#Article 1: Wikipedia (495 words)


Wikipedia ass eng fräi multilingual Enzyklopedie, déi vu Fräiwëllege geschriwwe gëtt an um Wikikonzept baséiert. Enn 2015 gouf et 37.655.345 Artikelen an 289 Sproochen.

Déi lëtzebuergesch Versioun gouf den 21. Juli 2004 gegrënnt an huet momentan  Artikelen. Et fënnt een s'ënner 

Wikipedia besteet aus:

Genee wéi Nupedia gëtt Wikipedia vun der Free Software Foundation vum Richard Stallman ënnerstëtzt. De Stallman ass eng vun de Persounen, déi als éischt d'Iddi vun enger fräier universeller Enzyklopedie vertrueden hunn (liest dozou och ).

De Wikipediaprojet huet dräi Haaptcharakteristiken, déi en am World Wide Web definéieren an eenzegaarteg maachen:

D'Mataarbechter vu Wikipedia schaffen zesumme  aus, fir datt de Projet gutt leeft.

De Projet gouf vum Jimmy Wales an dem Larry Sanger den 10. Januar 2001 gegrënnt. Et war am Ufank just en Deel vun Nupedia a sollt dozou déngen, d'Nupedia mat Contenu vu baussen ze fidderen. Well Communautéit vun Nupedia awer staark Oppositioun géint deen oppene Projet gemaach huet, ass e schonn no e puer Deeg, de 15. Januar 2001, ënner dem Numm Wikipedia op eng eegen Internetsäit geplënnert. De Larry Sanger huet dat éischt Joer déi englesch Versioun geleet.

E puer Méint drop sinn dunn déi éischt Wikipediaen an aner Sproochen entstanen. Den Ufank huet de 16. Mäerz 2001 déi katalanesch Wikipedia gemaach.

Aner Projeten am Zesummenhank mat Wikipedia:

Den 20. Juni 2003 gouf d'Fondatioun Wikimedia (gegrënnt, fir déi verschidde Projete vu Wikipedia ze geréieren an ze finanzéieren.

Eng Pabeier/CD-ROM Versioun gouf am August 2003 vum Jimbo Wales proposéiert. Liest heizou .

Den 21. Juli 2004 ass déi lëtzebuergesch Versioun vun der Wikipedia aus der Daf gehuewe ginn.

U Wikipedia schaffen dagdeeglech eng grouss Zuel vu Mataarbechter,  genannt.

Et gëtt eigentlech kee richtege Chef vu Wikipedia. Wärend 13 Méint gouf de Larry Sanger vu Bomis, der Firma vum Jimbo Wales, als Chefredakter vun der englescher Wikipedia bezuelt. Am Februar 2002 huet hien demissionéiert. Aktuell a fréier Mataarbechter vu Bomis schaffen um Projet mat, sou z. B. den Tim Shell fir d'Enzyklopedie oder den Jason Richey an den Toan Vo als Developpeuren.

Wikipedia a seng Parallel-Projete si fräi WikiWikiWebs. D'Wikie sinn dynamesch Websäiten, wou all Visiteur d'Säit déi e grad liest modifizéiere kann. De WikiWiki ass nach méi einfach wéi HTML.

Op Wikipedia kann all Mënsch säi Pefferkär zu engem Artikel bäidroen, Feeler verbesseren an zesumme mat aneren u kniwwelegen Theme schaffen. De kompletten Historique vun de Kontributioune bleift ëmmer gespäichert.

Wikipedia funktionéiert mam fräie Logiciel MediaWiki.

Am August 2010 gëtt et d'Wikipedia an 272 Sproochen. 192 dovun hu méi wéi 1.000 Artikelen an 32 hunn der méi wéi 100.000 Artikelen. D'Versioune mat de meeschten Artikele sinn déi engleschsproocheg (3.366.789), déi däitsch (1.100.864), déi franséisch (975.941), déi polnesch (718.012) an déi italieenesch (711.238) (Stand 1. August 2010).

Am Juli 2019 gesäit d'Statistik sou ass: d'Wikipedia gëtt et an 304 Sprooche vun deenen der fofzéng méi wéi eng Millioun Artikelen hunn. Déi meescht Artikele gëtt et a follgende Sproochen:

Kuckt heizou och déi .

All d'Datebanke kënnen hei erofgeluede ginn: 




#Article 2: Enzyklopedie (155 words)


Enzyklopedie (algriichesch ἐγκύκλιος παιδεία = enkyklios paideia, enkýklios = kreesfërmeg a paideía = Léier, Bildung) beschreift ursprénglech (zirka -5. Joerhonnert) eng universal Bildung am Sënn vun engem studium generale.

Eréischt am Zäitalter vun de Lumières ass an der Neizäit duerch d'Aarbechte vun de franséischen Enzyklopedisten Denis Diderot a Jean d'Alembert de Begrëff vun enger scientia generalis (Allgemengwëssen, Allgemengwëssenschaft) entstanen. Vun elo u bezeechent de Begrëff Enzyklopedie souwuel sou eng Wëssenschaft wéi hiert Resultat, d'Duerstellung vum komplette Wëssen (oder op d'mannst de Versuch vu sou enger kompletter Duerstellung) .

Wéi déi franséisch Enzyklopedisten dunn hiert gesammelt Wëssen a Form vun alphabeteschen Noschlowierker zougänglech gemaach hunn, gouf de Begrëff Enzyklopedie séier zur Bezeechnung vun engem enzyklopedesche Lexikon.

Am Géigesaz zu den Enzyklopedien erhiewe weder Dictionnairen, nach Lexikonen a Fachlexikonen den Usproch, vollstänneg Wierker ze sinn. Enzyklopedië baséieren op engem Wësse vun Autoritéiten an hirem Fachberäich an op valide Quellen a ka mat Beispiller an Illustratioune komplettéiert ginn.




#Article 3: Geschicht (150 words)


DGeschicht ass de Studium, d'Relatioun an d'Interpretatioun vun der Vergaangenheet. Den Numm huet als Urspronk dem Herodot seng Enquêten, Historiai op Griichesch awer et ass den Thukydides, dee fir d'éischt wëssenschaftlech Methoden an der Historiographie benotzt huet.

Liest dozou den Artikel Historiographie.

D'Haaptperioden no deene mir d'Geschicht ënnerdeele sinn:

Bei der Modern an der Neizäit hänkt et vum Land af. Dës Terminologie ass vum franséischen iwwerholl (époque moderne, époque contemporaine), am däitschen ass et genee ëmgedréint (Neuzeit, Moderne respektiv Zeitgeschichte).

Geschicht kann och geographesch agedeelt ginn: amerikanesch, asiatesch, ... Geschicht.

Geschicht ënnerdeelen hëlleft zwar, sech e Repère ze schafen, fir sech z'orientéieren, allerdéngs sinn och Schwieregkeeten domat verbonnen: Wou hält wat fir en Zäitalter op? Ass de Kolumbus oder de Gutenberg wichteg fir d'japanesch Geschichtsschreiwung? Wéini fänkt Zäitgeschicht un? Mat den Zäitzeien, déi eis zur Verfügung stinn? All Andeelung a Perioden ass ëmmer diskutabel, an ass natierlech länner- oder regiounspezifesch.




#Article 4: Herodot (162 words)


Den Herodot vun Halikarnassos, gebuer géint 485, a gestuerwe géint 425, war e griichesche Reesenden, Vëlkerkundler, Geograph an Historiker.

Den Herodot (gr.:Herodotos, lat.: Herodotus) ass zu Halikarnassos (haitegt Bodrum/Tierkei) a Klengasien op d'Welt komm. En ass vill gereest, a Persien, Egypten, Babylonien a bis bei d'Schwaarzt Mier. D'Enn vu sengem Liewen huet en am süditalieneschen Thourioi verbruecht, enger griichescher Kolonie.

Ënner dem Titel Historiai huet den Herodot e Wierk verëffentlecht, dat sech ëm d'Perserkricher am 5. Joerhonnert v. Chr. dréit. Ënner sengen Historiai versteet den Herodot an éischter Linn eng Enquête. Nodeem et ufanks nach ëm déi besot Perserkricher geet, schwäift den Herodot ganz séier of an entféiert de Lieser op eng Rees bei déi verschiddenst Vëlker. Hie stellt seng Weltkaart vir, wat eis en Opschloss dodrops gëtt, wéiwäit d'gebilte Leit vu senger Zäit geduecht hunn. De Papp vun der Geschichtsschreiwung ass allerdengs net bei jiddwerengem beléift, well en dacks Mythe mat der Wourecht vermëscht. De komplette Contraire ass den faktenorientéierten Thukydides.




#Article 5: Matthew Perry (151 words)


De Matthew Langford Perry, gebuer den 19. August 1969 zu Williamstown am Massachusetts, ass en US-amerikanesch-kanadesche Schauspiller, dee virun allem duerch seng Roll als Chandler Muriel Bing an der Televisiounsserie Friends bekannt ginn ass.

Grouss ginn ass en am Kanada zu Ottawa, Ontario, wou en als Junior-Tennisspiller erfollegräich war. Mat 15 Joer ass e bei säi Papp op Los Angeles geplënnert an huet ugefaangen, sech fir d'Schauspillerei z'interesséieren. Nieft den Opféierungen an der Schoul, un deenen hien deelgeholl huet, huet en trotzdeem weider Tennis gespillt. Sou gouf hie 17. an der nationaler Ranglëscht am Eenzel a souguer 3. am Double.

Eigentlech hat hie wëlles, op d'Universitéit a Kalifornien ze goen, allerdéngs krut en eng Roll an der Serie Second Chance ugebueden, an ass kuerzerhand op der Plaz bliwwen an huet sech ganz der Schauspillerei gewidmet.

Zur Zäit wunnt de Matthew Perry zu Los Angeles a spillt a senger Fräizäit gär Äishockey.




#Article 6: Halikarnassos (185 words)


Halikarnassos war eng antik griichesch Stad an entsprécht dem haitege Bodrum an der Tierkei.

Berüümt ass Halikarnassos duerch de Mausoleum, eent vun de Siwe Weltwonner. De bekanntste Jong vun der Stad war sécherlech den Herodot, de Papp vun der Geschicht.

Zanter 480 v. Chr. huet d'Artemisia I., Duechter vum Lygdamis, iwwer Halikarnassos regéiert. Zu hirem Räich hunn och d'Inselen Kos an Nisyros gezielt. Wärend de Perserkricher huet si sech un der Säit vum Xerxes mat fënnef Schëffer géint d'Griichen engagéiert, an him ënner anerem och ofgeroden, sech op eng Schluecht bei Salamis anzeloossen.

Am 5. Joerhonnert v. Chr. war Halikarnassos Member vum Attesche Séibond.

Vun ongeféier 280 bis 200 v. Chr. war Halikarnassos ënner ptolemäescher Herrschaft.

Duerch d'Expansioun vun de Seleukiden an d'Ënnerwerfung vun de griichesche Stied a Klengasien koum Roum mat an d'Spill. Am Krich géint den Antiochos III. huet Halikarnassos un der Säit vun de Réimer gekämpft a sou seng Onofhängegkeet geséchert.

Zanter 129 v. Chr. huet Halikarnassos zu der réimescher Provenz Asia gehéiert.

Ze bemierken bleift nach, datt de Bëschof Nicolas Adames de 27. Mäerz 1863 zum Titulärbëschof vun Halikarnassos ernannt gouf.




#Article 7: Geographie (121 words)


DGeographie (griich. Γεωγραφια geographia, v. griich.: gaia = Äerd + griich. gráphein = kritzelen, schreiwen, zeechnen) ass eng vun de Geowëssenschaften. Si befaasst sech mat der Äerduewerfläch, mat de Landschaften, mat de Mënschen an och mat der materieller a geeschteger Ëmwelt vun de Mënschen. An der Geographie geet et am Allgemengen ëm d'Welt an där mir liewen.

Déi éischt déi d'Geographie studéiert hunn, waren d'Griichen. Duerno koumen d'Réimer, déi mat neien Technike wéi d'Kartographie komm sinn. An Europa war wärend dem Mëttelalter den Interessi u geographeschen Erkenntnesser net ganz grouss bis de Marco Polo am 13. Joerhonnert a China gereest war. Am 18. Joerhonnert ass d'Geographie dunn als eegestänneg Disziplin unerkannt ginn a gouf vun do un op den Universitéite geléiert.




#Article 8: Ons Heemecht (257 words)


Ons Heemecht ass d'Nationalhymn vu Lëtzebuerg. D'Melodie vun der Heemecht ass vum Jean-Antoine Zinnen (1827-1898) an d'Wierder vum Michel Lentz (1820-1893). 

De 5. Juni 1864 gouf d'Uelzecht, wéi dat Lidd am Volleksmond nach genannt gëtt, zu Ettelbréck uropgeféiert. Dat war beim éischte Museksfest vum Allgemeiner Luxemburger Musikverein. Am Haff vun der Primärschoul erënnert haut nach eng Plack dorun. Fir d'éischt gespillt gouf d'Stéck zu Veianen de 25. Mee 1865.

Wou d'Uelzecht durech d'Wisen zéit,
duerch d'Fielsen d'Sauer brécht.
Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit,
den Himmel Wäin ons mécht.
Dat ass onst Land, fir dat mir géif,
heinidden alles won.
Onst Heemechtsland, dat mir sou déif
an onsen Hierzer dron,
onst Heemechtsland, dat mir sou déif
an onsen Hierzer dron.

An sengem donkle Bëscherkranz,
Vum Fridde stëll bewaacht,
Sou ouni Pronk an deire Glanz
Gemittlech léif et laacht;
Säi Vollek frou sech soe kann,
An 't si keng eidel Dreem:
Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,
wéi ass 't sou gutt doheem!

Gesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Äerd, déi äis gedron;
D'Léift huet en treie Widderhall
a jidder Broscht gedon;
Fir d'Heemecht ass keng Weis ze schéin;
all Wuert, dat vun er klénkt,
gräift äis an d'Séil wéi Himmelstéin
an d'A wéi Feier blénkt.

O Du do uewen, deem seng Hand
duerch d'Welt d'Natioune leet,
behitt Du d'Lëtzebuerger Land
vru friemem Joch a Leed!
Du hues ons all als Kanner schonn
de fräie Geescht jo ginn.
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
déi mir sou laang gesinn!
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
déi mir sou laang gesinn!




#Article 9: Griicheland (612 words)


Griicheland läit am Südoste vun Europa. U Griicheland grenzt Bulgarien, Nordmazedonien, Albanien an d'Tierkei. Donieft läit Griicheland tëscht dräi Mierer, dem Ionesche Mier an dem Mëttelmier am Westen an der Egäis am Osten. Griicheland gëtt vu villen als Wéi vun der westlecher Zivilisatioun ugesinn an huet eng laang a räich Geschicht opweises.

DHellenesch Republik (gr.: Elliniki Dimokratia) gëtt vun de Griiche selwer Hellas genannt. Den Numm Griicheland, respektiv Grèce/Greece kënnt vum laténgesche Graecia, wat ursprénglech eng Regioun an Nordgriicheland war.

Un den Ufere vun der Egäis ass eng vun den éischten europäeschen Zivilisatiounen entstanen, nämlech déi vun de Minoer an d'mykenesch Zivilisatioun. No hirem Ënnergank koumen däischter Joerhonnerten, eng Zäit iwwer déi mer nëmme ganz wéineg wëssen, éier et ëm 800 v. Chr. nees biergop geet. Et ass d'Zäit vun de griicheschen Stadstaaten, der polis. Kolonien gi ronderëm d'Mëttelmier gegrënnt, an si verdeedege sech couragéiert géint d'Perser. Nom Peloponnesesche Krich gëtt Griicheland vum Philipp II. vu Makedonien, respektiv vu sengem Jong dem Alexander de Groussen eruewert a mir sinn am hellenistesche Griicheland.

Op militäreschem Plang hat Griicheland allerdéngs wéineg opweises a vun 168 v. Chr. un ginn d'Griiche vun de Réimer eruewert. Allerdengs ass et mat der Kultur genee ëmgedréint gelaf, do huet nämlech déi griichesch d'Réimer eruewert. Als Provënz vum Réimesche Räich hat Griicheland weiderhin e staarken Afloss op kulturellem Plang, an nom Fall vum westréimesche Räich huet Griicheland d'ëstlecht oder Byzantinescht Räich mat Konstantinopel weiderhin dominéiert. Nom Fall vu Konstantinopel den 29. Mee 1453, gëtt Griicheland lues awer sécher vum Ottomanesche Räich ageholl.

D'Ottomane bleiwen a Griicheland bis an d'19. Joerhonnert. 1821 rebelléieren d'Griichen an erklären hir Onofhängegkeet déi se 1829 akkordéiert kréien. Wärend dem 19. Joerhonnert huet Griicheland sech duerch eng Rei vu Kricher ëmmer méi vergréissert a seng haiteg Form huet d'Land zanter 1947.

Nom Zweete Weltkrich gouf et a Griicheland e Biirgerkrich dee bis 1949 ugehalen huet. 1967 gouf no engem Coup d'état de Régime des Colonels agefouert, deen 1973 d'Monarchie ofgeschaaft huet. 1975 gëtt no engem Plebiscite eng demokratesch Republik gegrënnt. 1981 trëtt Griicheland der EU bäi an hëlt 2001 den Euro un.

Griicheland besteet aus engem groussen Deel Festland um südlechen Enn vum Balkan, der Hallefinsel Peloponnes an enger ronn 3000 Inselen, wouvun der 167 bewunnt sinn. Zu de gréissten Inselen zielen:

Aner vun Touriste vill besicht Inselen an Uertschaften:

Ronn 80 % vu Griicheland bestinn aus Hiwwelen a Bierger, an nëmmen op 28 % vum ganze Land ka gebaut ginn. De Pindus, déi zentral Biergerketten, ass an der Moyenne 2.650 m héich. De legendären Olymp ass mat sengen 2.917 m den héchste Punkt vum ganze Land.

Wat d'Wieder ubelaangt, sou kréien d'Griiche meeschtens mëll an naass Wanteren a waarm an dréche Summeren. Extreem Temperature si rar, mä et kënnt mol vir, datt et zu Athen am Wanter schneit.

Griicheland ass an 13 Verwaltungsbezierker (περιφέρειες/peripheries) ënnerdeelt, déi an 51 Prefecturen (νομοί/nomoi) nach ënnerdeelt sinn.

Liest heizou den Artikel Griichesch Verwaltungsbezierker a Prefecturen.

(nach ze maan)

Bei der Vollekszielung vun 2001 goufen am Ganze 10.964.020 Griiche gezielt. Vun dëse liewen der 58,8 % a Stied, 28,4 % um Land. D'Awunnerzuel vun den zwou gréisste griichesche Stied, Athen an Thessaloniki, louch bei bal 4 Milliounen.

A Griicheland liewen hautdesdaags och eng ganz Partie Immigranten. Ronn 65 % kommen aus Albanien, mä et wanderen och Bulgaren, Rumänen, Pakistaner, Polen oder Georgier an. Allerdéngs si vun dëse keng reell Zuele bekannt, well eng grouss Partie illegal agewandert ass.

D'griichesch Konstitutioun garantéiert eng absolut Reliounsfräiheet. D'Majoritéit vun de Griichen (98 %) sinn orthodox. Griichesch Mosleme gëtt et der kanpps 1,3 %, a si wunne gréisstendeels an Thrakien. Donieft gëtt et nach eng ronn 50.000 Katholicken, 30.000 Protestanten a 5000 Judden.




#Article 10: Chimie (1404 words)


DChimie (v. griich. χημεία, chimía) ass eng vun den Naturwëssenschaften. Et ass d'Léier vum Opbau, Verhalen an der Ëmwandlung vun der Matière an hire Verbindungen, wéi och de Gesetzméissegkeeten, déi dobäi gëllen.

Si ass an hirer haiteger Form am 17. an 18. Joerhonnert lues a lues entstanen, wéi versicht gouf, d'Beobachtungen an d'Experimenter vun der Alchimie op eng reng rational Aart a Weis ze verstoen.

Chimie ass déi wëssenschaftlech Richtung déi sech ëm d'Matière an all hiren Zoustänn këmmert an och ëm Transformatioune vun der Matière. Dat heescht, d'Chimie ënnersicht Gasen, Flëssegkeeten a Festkierperen a kuckt méi genee wéi déi eenzel Substanze matenee reagéieren. Dobäi kann een tëscht organescher Chimie, mineralerescher Chimie, anorganescher Chimie, Biochimie, medezinescher Chimie, katalytescher Chimie, analytescher Chimie,... ënnerscheeden. Déi eenzel Chimierichtunge hu vill Iwwerschneidungen.

D'Chimie këmmert sech haaptsächlech ëm déi Elektronen déi am leschten eidelen Elektronenorbital (LUMO, lowest unoccupied molecular orbital) an am éischte vollen Elektronenorbital (HOMO, highest occupied molecular orbital) sinn.

D'Chimie ënnersicht och d'Bindungen tëscht den eenzelen Elementer. Et gëtt verschidde cheemesch Bindungen.

D'Virgängerin vun der Chimie ass d'Alchimie. Déi Pseudowëssenschaft verbënnt verschidde Gebidder wéi Astrologie, Philosophie an Esoterik. Obwuel d'Resultater vun der Alchimie wëssenschaftlech onbedeitend an souguer dacks absolut falsch waren, hu s'awer den éischte Schrëtt zu enger exakter Wëssenschaft duergestallt.

Eng vun de wichtegsten Entwécklunge war déi vun der Valenztheorie. Déi ass fir d'éischt als Konzept vum Edward Frankland am Joer 1852 virgestallt ginn. Si ass haaptsächlech duerch Experimentalcheemiker entwéckelt a weiderentwéckelt ginn. Do kann ee besonnesch d'Aarbechte vum Friedrich August Kekulé, Adolph Wilhelm Hermann Kolbe, Archibald Scott Couper a vum Aleksandr Mikhailovich Butlerov ervirhiewen.

Ee weidere wichtegen Deel vun der Chimie, nämlech Stereochimie, dat heescht: wéi d'Moleküllen am Raum orientéiert sinn, ass och am 19. Joerhonnert entwéckelt ginn. Dat ass de brillante Postulat vun der tetrahedral Orientatioun, dee vun de Cheemiker Jacobus Henricus van't Hoff a Joseph Achille le Bel (1874), awer och déi geneesou erstaunlech Resultater vum Alfred Werner an der anorganescher Stereochimie.

Dës Cheemiker hate keng modern Analysmëttelen wéi X-Stralen, Magnetesch Nuklear Resonnanz, Infrarout, Raman Spectroscopie, Microwelle Spectroscopie,...

Am 19. Joerhonnert ass d'Bindung duerch ee Stréch symboliséiert ginn ouni eng spezifesch Bedeitung, well d'Elektrone waren nach net entdeckt. No där Entdeckung goufe reieweis Theorien entwéckelt fir d'Elektronen z'erklären an de Stréch zwëscht den Elementer huet eng Bedeitung krut. Hei kann een dem Gilbert Newton Lewis seng Aarbecht ernimmen, déi 1916 verëffentlecht gouf an deem seng Symbolik nach bis haut gëlteg ass. Z'ernimmen ass dann awer och de W. Kosel, deen zur selwechter Zäit eng änlech Aarbecht verëffentlecht huet. Virun dësen Zwéin hunn de W. Ramasay, den J.J. Tomson, den J. Stark an den A. L. Parson ënner anerem un dem Elektron geschafft. Dem Lewis seng Aarbecht gëtt dacks als Théorie de l'octet bezeechent a gouf vum I. Langmuir nach verdéift.

Chimie gehéiert haut zu de wichtegste Wëssenschaften. Si ass net nëmmen aktiv fir nei Substanzen z'entwéckelen, an domat zum Beispill Medikamenter géint Krankheeten ze maachen, mä si entwéckelt och nei Materialien déi mir am Alldag gebrauche wéi zum Beispill Teflon. Mä d'Chimie ass och déi Wëssenschaft déi dofir zoustänneg ass ons Liewensmëttel ze kontrolléieren. Si erfëllt also eng Eegekontroll an dem se net nëmme Liewensmëttelcheemikalien entwéckelt, si verfollegt och op déi schiedlech sinn an duerno kuckt Chimie och op déi Substanzen net ze vill benotzt ginn.

Am Wëssenschaftsbam fëllt se d'Plaz tëscht der Physik an der Biologie. Si behandelt vun den äusseren Elektronenorbitalen, am Beräich vun der theoreetescher Chimie, bis zum Zesummespill vun de Moleküllen an den Enzymen, Zellwänn, etc. an der supramolekularer Chimie. Fir all déi eenzel Aufgaben hu sech ëmmer erëm nei Ënnerdeelungen, déi awer enk zesummeschaffen, entwéckelt.

D'Atomer sinn d'Bausteng vun der Matière. Si bestinn aus engem Atomkär an engem Elektronemantel. Den Atomkär setzt sech zesummen aus Protonen an Neutronen. D'cheemesch Natur vun engem Element gëtt definéiert duerch d'Zuel vun de Protonen a sengem Kär. D'Protone sinn eefach positiv gelueden a stousse sech géigesäiteg of. D'Neutrone verhënneren, datt de Kär spontan auserneebrécht. Fir datt en Atom makroskopesch gesinn neutral ass, mussen am Elektronemantel genee sou vill Elektrone sinn, wéi Protonen am Kär. De geneeën Opbau vun engem Atom gëtt duerch d'Quantemechanik beschriwwen. Wann en Atom méi wéi een Elektron a sengem Mantel huet, da beweege sech d'Elektronen a ganz genee definéierten Orbitalen woubäi all Orbital e ganz bestëmmten Energieniveau (dowéinst den Ausdrock Quanten- mechanik)) huet. D'Elektrone kënnen zwëscht den Energieniveauen hin an hier sprange woubäi si entweder Energie vu bausse musse kréien, oder awer Energie kënne fräisetzen, z. B. als Photon (Liichtquant). 
En Elektron huet quasi kee Gewiicht, d'Gewiicht vum Atom, an domat vun der ganzer Matière, gëtt vum Kär gedroen.

Wann eng bestëmmt Matière net méi a verschidden Atomer, (mat verschiddenen Zuele vu Protonen am Kär), opgespleckt ka ginn, da schwätzt ee vun engem cheemeschen Element. En Element ka bei Zëmmertemperatur an normalem Drock an dräi Aggregatszoustänn optrieden: flësseg (z. B. Quecksëlwer), fest (z. B. Gold) a gasfërmeg (z. B. Argon). Et ka sinn, datt verschidden Atomer ënnerschiddlech Zuele vun Neutronen hunn, mä déi selwecht Zuel vu Protonen. An deem Fall schwätzt ee vun Isotopen: 12C an 13C. Déi Atomer gehéieren dann ëmmer nach zum selwechten Element, mä hu verschidde Gewiichter. En Element huet ëmmer déi selwecht cheemesch Eegenschaften, mä déi physikalesch hänke vum Gewiicht of.
All Element huet ee Symbol (mat maximal zwéi Buschtawen) an dat ass an all Sprooch d'selwecht.

Molekülle si gebonnen Usammlunge vun Atomer.

Ione sinn negativ oder positiv gelueden Deelecher, also Atomer oder Moleküllen. Et kann een ënnerscheeden zwëscht Kationen (positiv gelueden Deelecher) an Anionen (negativ gelueden Deelecher).

An engem Moleküll sinn d'Atomer duerch cheemesch Bindunge verbonnen. D'Aart a Weis wéi se verbonne sinn, gëtt duerch d'Quantemechanik beschriwwen. Et gëtt follgend Type vu Bindungen ënnerscheet:

a) Kovalent Bindung,

b) Ionesch Bindung,

c) Metallesch Bindung,

d) Van der Waals Bindungen.

Bei enger kovalenter cheemescher Bindung ginn Elektrone vun zwéin Atomer gedeelt, wouduerch sech déi betreffend Elektronenorbitaler iwwerlappen. Doduerch erreeche si déi optimal Zuel vun Elektronen am baussenzegen Elektronenorbital. Wann zwéin Elektrone gebraucht ginn, schwätzt ee vun enger Einfachbindung, bei véier oder sechs Elektrone vun enger Duebelbindung, respektiv vun enger Dräifachbindung. Déi Zorte vu cheemescher Bindung (Einfach-, Duebel- an Dräifachbindung) nennt een allgemeng kovalent Bindung.

Eng Bindung kann och ouni Iwwerlappung vun Elektronenorbitaler geschéien, z. B. duerch ënnerschiddlech lokal Luedungen, positiv bei deem engen an negativ bei deem anere Moleküll. Well dobäi ganz dacks Waasserstoff am Spill ass, nennt een déi Bindungen och Waasserstoffbindungen. Si sinn allerdéngs méi schwaach wéi kovalent cheemesch Bindungen.

Bei der ionescher Bindung gëtt een Austausch vun Elektrone gemaach. Meeschtens gëtt ee Metallatom, Bsp. Na Natriumatom een Elektron un Net-Metall wei z. B. Cl Chloratom of. De Metall ass da positiv gelueden Na - e- -- Na+ an den Net-Metal negativ Cl + e- -- Cl-. Déi positiv an negativ gelueden Atomer nennt een och Ionen. Déi Ione bilden da Kristaller mat enger bestëmmter Form, déi sech ëmmer erëm am Raum widderhëlt. De Kristall huet eng Formel déi dat statistescht Verhältnes vun de Ionen erëmgëtt, Bsp: NaCl Kachsalz.

Bei der metallescher Bindung ginn all Valenzelektronen zwëscht alle Metallatomer gedeelt. Dat Ganzt gëtt dacks mat engem Elektronegas verglach. Déi Mobilitéit vun den Elektronen erkläert och wéisou d'Metaller de Stroum gutt leeden.

Mat de van der Waals Bindunge sinn all Dipol Bindunge gemengt.

E puer vun deenen éischte grousse Cheemiker waren de Kurt Alder, de Richard Anschütz, de Henry Edward Armstrong, de Svante August Arrhenius, de Francis William Aston, den Amedeo Avogadro, de Francis Bacon, de Leo Hendrik Baekeland, den Adolf Johann Friedrich Baeyer, den Alexei Alexandrowitsch Balandin, den Antoine Jérôme Balard, den Eugen Bamberger, de Philippe Antoine Barbier, de Sir Derek Harold Richard Barton, de Valentin Basilie, den Antoine Baumé, de Johann Joachim Becher, den Ernst Otto Beckmann, den Antoine César Becquerel, den Henri Antoine Becquerel, de Friedrich Konrad Beilstein, de Friedrich Bergius, de Toborn Olof Bergman, de Claude Louis Berthollet, de Niels Janniksen Bjerrum, de Joseph Black, den Hermann Boerhaave, den Niels Henrik David Bohr, den Alexandre Porphyrievitch Borodine, de Carl Bosch, de Robert Boyle, de Jöns Jacob Berzelius,de Marcelin Pierre Eugène Berthelot, den Henri Braconnot, de Johannes Nicolaus Brönsted, den Herbet Charles Brown, den Eduard Büchner, de Robert Wilhelm Bunsen, den Adolf Friedrich Johann Butenandt, den Alexandre Mikhaïlovitch Butlerov, de Jean-Baptiste Dumas, den Henri Etienne Sainte-Claire Deville, de Joseph Louis Gay-Lussac, d'Marie an den Antoine Lavoisier an de Justus von Liebig. Mä och den John Osborne oder de Jean-Marie Lehn hunn an de leschte Joerzéngten zur Weiderentwécklung vun der Chimie bäigedroen.




#Article 11: Thukydides (Historiker) (264 words)


Den Thukydides, gebuer ëm 460/455, a gestuerwen ëm 399, war e griicheschen Historiker.

Berüümt gouf hien duerch säi Wierk iwwer dGeschicht vum Peloponnesesche Krich. Als direkten Zeie vum Krich, deem seng Bedeitung hie scho fréi erkannt huet, huet e säi Wierk am Exil an Thrakien niddergeschriwwen. Am Géigesaz zum Herodot wollt hien nëmmen dat opschreiwen, wat wierklech geschitt ass. Säin Zil war et, en kloren Text ze hunn, deen op d'Géigewaart bezunn ass. Allerdéngs léisst en der Tyche, dem Zoufall, en grousse Spillraum.
Säi Wierk huet eng kloer Struktur, ass an engem relativ niichterne Stil geschriwwen a weist eis seng vill Quellen déi hie benotzt huet. Säi Wierk, dat aus 8 Bicher besteet, gëtt meeschtens an 5 Deeler opgedeelt: 1) Introduktioun, 2) Archidamesche Krich, 3) De Fridde vum Nikias, 4) D'Expeditioun a Sizilien, 5)Dekeleësch-Ionesche Krich. Dat 8. Buch hält abrupt am Joer 411 op, wourun den Historiker Xenophon a senger Hellenika uknäppt.

Fir den Thukydides ass ee vun den Haaptgrënn déi zum Krich gefouert hunn, d'Hegemonie vun Athen wat Sparta sech net méi wollt gefale loossen. Den Athener Perikles ass fir hien de Prototyp vum grousse Staatsmann, och wann dësen Athen an de Krich gefouert huet.

Net zu Onrecht gëtt dacks behaapt, datt dem Thukydides säi Wierk zu engem vun de bedeitendsten Geschichtswierker vun allen Zäiten zielt, an och nach groussen Afloss hautdesdaags huet. Natierlech muss een oppassen dem Thukydides dowéinst net blann ze vertrauen, och hie konnt net alles wëssen (zum Beispill feelt a sengem Wierk de Kalliasfridden) mä et ass virun allem seng Objektivitéit déi hien zu engem groussen Historiker gemaach huet.




#Article 12: Bodrum (203 words)


Bodrum ass een tierkeschen Hafen am Golf vu Gokova vis-à-vis vun der griichescher Insel Kos. Bodrum läit an Anatolien, an engem Deel vu Klengasien dee fréier als Karien bekannt war.

An der Antiquitéit huet Bodrum Halikarnassos geheescht.

Hautdesdaags ass Bodrum virun allem bei Touriste ganz beléift.

Zu Bodrum stoung de Mausoleum deen zu de Siwe Weltwonner gezielt gëtt. Et handelt sech hei ëm dat monumentaalt Graf vum Kinnek Mausolus. De Mausolus war e persesche Satrapp (eng Aart Gouverneur) a Kinnek vu Caria a Klengasien (376-353 v. Christus). Hie war relativ onofhängeg an hat sech zwar géint den Artaxerxes II revoltéiert, mä huet duerno mat de Perser gemeinsam Sach gemaach. Dat huet him erlaabt, seng Pouvoire bis op Rhodos ze vergréisseren. De Mausoleum gouf vu senger Schwëster, der Artemisia, déi gläichzäiteg seng Fra war, nom Doud vum Mausolus opgeriicht, an zwar opgrond vun sengen eegene Pläng.

De Mausoleum war eng véiereckeg Konstruktioun mat enger Héicht vu 45 m. Bannendra war eng Grafkummer. Vum Mausoleum sinn allerdengs nëmme méi d'Fëllementer iwwereg. D'Steng vun der Konstruktioun sinn am 15. Joerhonnert fir aner Zwecker gebraucht ginn, an zwar fir den Ausbau vum Schlass St. Pierre.

Bodream ou rêve de Bodrum, Jean-Pierre Thiollet, Anagramme Éditions, 2010, (ISBN 2-35035-279-4)




#Article 13: Kino (119 words)


De Kino ass e Sall wou Filmer fir e grousse Publikum projezéiert ginn. Als Sammelbegrëff ass Kino hautdesdaags och ee vun de gréisste Medien op der Welt.

Wann een zu Lëtzebuerg vum Kino schwätzt, da mengt een normalerweis e Raum, e Sall, eng Hal mat Sëtzplaze wou ee - géint Bezuelen - e Film kucke kann. Net duerchgesat an Europa huet sech den Autoskino deen och aus Amerika koum, an do ëmmer nach - méi oder manner dacks - ze fannen ass. En anere Begrëff dee ganz dacks zu Lëtzebuerg fonnt gëtt ass de Schlappekino, deen allerdéngs net de Kino mä dTelevisioun mengt.

Zu Diddeleng, an anscheinend just do, geet een net an de Kino, mä an den Zinema.




#Article 14: Casablanca (Film) (666 words)


Casablanca war ursprénglech en Theaterstéck dat net opgefouert gouf, mat dem Titel Everybody Comes to Rick's vum Murray Burnett an der Joan Alison, deenen Warner fir 20.000 Dollar d'Rechter ofkaaft hat. Et huet Jiddweree kënnt bei de Rick geheescht an et ass ëm europäesch Emigrante gaangen an ëm en Amerikaner, deen zu Casablanca e Bistrot hat. Casablanca a Marokko war déi Zäit nach net vun Nazidäitschland besat.

Nieft den Hollywood-Staren huet eng Partie Emigrante matgespillt: de Peter Lorre, Conrad Veidt an de Curt Bois.

Nieft dem Chaplin sengem The Great Dictator an dem Ernst Lubitsch sengem To be or not to be ass de Casablanca ee vun deenen Hollywood-Filmer, déi sech ëm de Nationalsozialismus gedréit hunn.

Casablanca ass ee Propagandafilm. Dat léisst sech am beschten um Gesankskrich erëmerkennen. An dem Rick senger Bar fänkt een Nazi-Offizéier un, Die Wacht am Rhein ze sangen, doropshin äntweren d'Fransouse mat der Marseillaise, déi domat haushéich wannen. Ursprénglech wollt Warner d'Horst Wessel-Lid sange loossen. Mä d'Rechter louche bei enger däitscher Firma, déi domat de Film am internationale Verléinen hätt kënne blockéieren. Um Enn vum Film dann d'Astellung, wou de Renault eng Fläsch Vichy-Waasser ewechgehäit. Vichy war déi Zäit de Sëtz vum franséische Vichy-Regime, dat mat de Nazie kollaboréiert huet. D'Grondausso vum Film war also: A Krichszäite muss déi privat Léift tëscht dem Rick an der Ilsa hanner dem Lazlo sengem Zil, dem internationale Kampf fir d'Fräiheet zréckbleiwen.

De Film spillt matzen am Zweete Weltkrich. Frankräich war zum Deel vun Nazidäischland eruewert a besat, mä déi franséisch Kolonie Marokko nach net. Vill Mënsche sinn dowéinst op Marokko geflücht, a waarden zu Casablanca fir e Fliger op Lissabon a Portugal ze kréien a vun do an d'USA ze kommen.

Allerdéngs kommen déi meescht net aus Casablanca fort, well de korrupte Polizeichef d'Visaen nëmme géint Suen oder méi delikat Déngschtleeschtungen erausgëtt. Zu Casablanca huet den desillusionnéierten Amerikaner Rick Blaine säi Bistrot. Am Rick's Café Américain hale sech allerhand Leit op. Dunn daucht op eemol dem Rick seng fréier Frëndin op. Si hat hien zu Paräis eemol sëtze gelooss. Mä si ass net eleng. Bei hir ass den Ungar Victor Lazlo, eng wichteg Figur aus der Resitenz, deen aus engem KZ ugedréckt ass. De Lazlo kuckt verzweifelt fir un e Visa ze kommen, fir datt hie vu Marokko fort kéim. E weess, datt de Blaine un zwéi Visae koum, a probéiert him se ofzekafen. Souguer d'Ilsa kritt de Rick net dozou bruecht, fir dem Victor Lazlo déi Dokumenter ze verschafen. Mä domat ass de Film nach net grad fäerdeg.

De Film, deem säin Dréibuch mat den Dréiaarbechte gewuess ass, huet vill vun engem typesche B-Film u sech. De Film huet 950.000 Dollar kascht. De Budget ass emol net duergaang, fir en echte Fliger an der Schlusszen ze filmen. De Modell am däischteren Hannergrond war aus Cartong, a fir datt d'Gréisst manner opfale soll, huet de Regisseur klenggewuesse Leit als Mecanicienen agesat. Fir ze vergläichen: Dem Sam Wood säin To whom the Bell tolls (Wem die Stunde schlägt) mam Gary Cooper an der Ingrid Bergman huet 1943 3 Milliounen Dollar kascht. No der Uropféierung am November 1942 huet kee Mënsch Grousses erwaart vu sou engem bëllege Film, vum deem d'Dréibuch zum Deel improviséiert war, a wou een an eenzelen Deeler matkritt, wéi d'Schauspiller sech derduerch péngegen. Am Joer 1943 koum et zu der Casablanca-Konferenz, wou de Winston Churchill an de Franklin D. Roosevelt hir weider Krichsustrengunge mateneen ofstëmme wollten. Sou ass den Numm vun der Stad weltbekannt ginn a Warner Bothers huet de Film nach eng Kéier ënner d'Leit bruecht. A sou koum et zum Weltsuccès.

Vun 1953 bis 1975 war de Film nëmmen an enger komplett zerstéckelter däitscher Versioun ze gesinn. An dëser ëm 24 Minutte geschniddener Fassong gouf et keen Nazi méi; keen SS-Majouer-Strasser; de Victor Lazlo war a kengem KZ gewiescht, well hie war dunn den norwegeschen Atomphysiker Larsen. Eréischt den ARD huet de Film 1975 gewisen als dat wat de Film wierklech ass: en amerikanesche Propagandafilm géint de Vichy-Regime an Nazidäitschland.




#Article 15: Humphrey Bogart (156 words)


Den Humphrey Bogart gebuer als Humphrey DeForest Bogart de 25. Dezember 1899 zu New York, a gestuerwen de 14. Januar 1957 zu Hollywood, war en US-amerikanesche Schauspiller.

Seng Carrière huet an den 30er Jore mat der Interpretatioun vu Gangsterbossen a Boxeren ugefaangen. 1941 kritt hie vum John Huston d'Chance, zu engem neie Filmtypus bäizedroen: mat senger Interpretatioun vum Sam Spade am The Maltese Falcon charakteriséiert hien den Typ vum Eenzelgänger. De Film noir ass gebuer. 1942 spillt e sech an de Filmklassikerhimmel. Am Film Casablanca spillt hien den zynischen Nightclub-Besëtzer Rick. Bei den Dréiaarbechten zu To Have and Have not 1945 léiert de Bogart d'Lauren Bacall kennen, déi Fra, déi hien nach am selwechte Joer bestuede wäert a mat där hie bis zu sengem Doud zesummenbleiwt. 1946 dréint hie The Big Sleep an 1947 Dead Reckoning; zweemol e Succès. 1948 spillt de Bogart am The Treasure of the Sierra Madre ee vun den dräi erfolleglose Goldsicher.




#Article 16: Ionesch Revolt (1026 words)


DIonesch Revolt oder Ioneschen Opstand war en Opstand vun de klengasiateschen an zypriotesche Griiche géint d'Perser. Dësen Opstand war ëm 500/499 an gouf duerch d'Aktioune vum Aristagoras erbäigefouert. Den Opstand ass mat der Victoire vun de Perser an der Séischluecht vu Lade 494 v. Chr. op en Enn gaangen.

D'Ionier waren um Ufank vum 1. Joerdausend v. Chr., wéi och scho virdrun d'Äoler an d'Dorer, als Koloniste vum griichesche Festland aus agewandert, an hate vill Stied un der Westküst vu Klengasien gegrënnt. Si kruten duerch Séi- a Fernhandel vum Schwaarze Mier iwwer d'Egäis bis an d'ëstlecht Mëttelmier an an Egypten wirtschaftleche Wuelstand a politesch Bedeitung. Schonn ëm 800 v. Chr. hu si den Ionesche Bond gegrënnt.

No enger kuerzer an doucer Uewerherrschaft ënner dem lydesche Kinnek Kroisos ëm 550 v. Chr. koum et schonn 574/546 v. Chr. zu der Zougehéieregkeet zum persesche Villvëlkerräich. Obscho si hu missen Tribut bezuelen konnten d'Stied sech awer eng gewëssen Onofhängegkeet a wirtschaftlech Selbststännegkeet sécheren. Hannergrond heifir waren d'persesch Grondsätz, de Gebidder vum Räich sou vill wéi méiglech Selbststännegkeet ze loossen, an net an d'kulturellt a reliéist Liewe vun de Vëlker anzegräifen. Déi persesch „Tyrannis“ huet sech agestallt, wéi an alle 20 Satrapien, als perséinlech-feudalt Verhältnes, nodeem de Satrap als Statthalter vu Persien lokal Adeleger gewielt huet, déi d'Muecht haten. Bis zu der Ionescher Revolt gouf dëst noutgedrongen akzeptéiert.

Viru 500 v. Chr. hunn d'Perser sech wéineg ëm d'Griiche gekëmmert. Den totale Westhandel vum Räich louch an den Hänn vun de ionesche Stied - dofir waren all Griiche fir d'Perser „Yaunã“, eeben „Ionier“. Eng Stad Athen oder d'Geographie vum griichesche Raum war hinnen iwwer eng laang Zäit komplett onbekannt. De Fokus vun der persescher Expansiounspolitik louch am Osten. Déi wéineg Feldzich am Weste goufen als mëssgléckte Versich ugesinn, d'Räich an déi Richtung iwwer d'natierlech Grenzen eraus z'entwéckelen. Aus ionescher Siicht war de Schued vun dëse wéineg ambitionéierten Expeditiounen awer grouss, well déi wichteg Handelsverbindunge waren elo zerstéiert.

Laut dem Herodot ass d'Revolt vun den Ionier duerch e verongléckte Feldzuch an eng politesch Intrig zu Stane komm. Den Aristagoras, dee gerad eréischt vum persesche Grousskinnek als Tyrann vu Milet agesat gi war, hat den Artaphernes, Satrap vu Sardeis, zu engem Feldzuch géint Naxos iwwerried. Mä dës Expeditioun hat keen Erfolleg. Aus Angscht dofir Verantwortung missen ze droen, huet hie sech vum Grousskinnek lassgesot, a Leit gesicht, déi matgéife maachen. Hien huet dofir gesuergt, datt sech d'Ionier géint d'Perser erhuewen hunn, an d'Tyranne gestierzt hunn.

Eigentlechen Hannergrond war awer méiglecherweis och eng schwéier wirtschaftlech Kris vun den Handelsstied - zemol Milet war heivu besonnesch schwéier getraff. 525 v. Chr. waren d'Perser an Egypten amarschéiert. Den Handel mat Naukratis, dem eenzege griicheschen Emporion mam Privileeg vum Pharao, hat opgehalen. Zanter dem Skythefeldzuch 513/512 v. Chr. hu persesch Besatzungen de Passage zum Schwaarze Mier, an de Kolonien déi do louche, blockéiert. Déi ganz Importatioun vu Gold, Sëlwer, Koffer, Eisen, Bläi, Zënn, Holz, Salz, Kar, Fësch an Déierenhäit ass ewechgebrach. Den nächste Coup koum 510 v. Chr., wéi Sybaris a Süditalien vun der Nopeschstad Kroton zerstéiert gouf, an domat och keen Handel am Weste méi méiglech war.

Ënner dëse Bedingungen huet sech d'bannepolitesch Stëmmung an den ionesche Stied verännert. D'Tyrannis gouf als onméiglech ugesinn - méiglecherweis d'Motiv fir den Aristagoras, fir séier d'Säiten ze wiesselen, an als Tyrann vu Milet ofzedanken. D'Aschränkunge vun der Polisautonomie huet awer nach ëmmer en empfindlechen Nerv vum griichesche Selwerversteestemech getraff. Elo awer gouf d'persesch Friemherrschaft zum zentrale Motiv vun der Revolt. Mat de Schlagwieder vun enger ionescher Befreiung a Befreiung vun de Griichen konnt een op e breede Konsens hoffen.

D'Revolt huet sech wéi e Feier verbreet, an op d'Nopeschregiounen iwwergegraff. Iwwerall gouf de Stuerz vun der Friemherrschaft an d'Polisautonomie ausgeruff. Mä et goufe Problemer. Laut dem Herodot huet den Aristagoras versicht, Sparta an Athen zu enger Interventioun a Klengasien z'iwwerrieden. Hien huet iwwer d'Versklavung vun de Griiche geklot, an hinnen an Aussiicht gestallt, Asien ouni Problemer erueweren ze kënnen. Mä nëmmen d'Stied Athen an Eretria hu 499/98 v. Chr. kleng Flotte vun 20 respektiv 5 Schëffer lassgeschéckt, déi keng grouss Wierkung haten. 499 v. Chr. konnt zwar déi wichteg Stad Sardeis, Sëtz vum Satrap, ageholl ginn, mä um Réckmarsch goufen d'Rebelle scho vu perseschen Truppen erwaart a geschloen.

Och war et de Stied bei hire Berodungen um Ufank vun der Revolt net gelongen, den Ionesche Bond duerch d'Schafung vu Bundesinstitutioune fir politesch-militäresch Ausernanersetzunge prett ze maachen. Ausserdeem gouf et Skeptiker, wéi de Geograph Hekataios, deen unhand vun enger Weltkaart, déi hien zesummegestallt hat, ze weisen, wéi sënnlos e Krich géint dat grousst Perserräich wier. Elo huet d'Perserräich dann och mobiliséiert, a konnt 497 v. Chr. Zypern zréckerueweren. Ënner dësem Androck sinn nëmmen nach néng Poleis iwwereg bliwwen, déi Widderstand geleescht hunn. 494 v. Chr. gouf Milet no der Schluecht vu Lade eruewert an néiergebrannt. D'Ionier hu sech missen dem persesche Grousskinnek Dareios I. ënnerwerfen, deen d'Roll vun Athen am Konflikt net vergiess huet, a kuerz drop eng Strofexpeditioun géint d'Ënnerstëtzer vun de Rebellen, Athen an Eretria, geplangt huet.

Den Opstand vun de klengasiatesche Griiche géint d'persesch Herrschaft war ouni Zweiwel eng politesch Insubordinatioun, déi sou net konnt higeholl ginn. Zwéin Ëmstänn haten awer gréisser Follgen. Engersäits huet de Grousskinnek op kee Fall toleréiert, datt perseschen Territoire vun Drëtten, de Griiche vum Festland, blesséiert gi war. Zum anere koum et bei der Revolt zu Sakrilegien, virun allem zu Sardeis. Och no griicheschem Versteestemech huet dëst e Recht ginn, sech ze rächen. An de Perserkricher, déi doropshin ausgebrach sinn, krut dat europäescht Griicheland d'Konsequenzen ze spieren.

A Klengasien allerdéngs hunn d'Perser sech ganz anescht verhalen. Den Dareios huet Fridden an Uerdnung bei de Vëlker vu sengem Räich gesicht. Hien huet Ionier op Sardeis geruff, a si zu géigesäitegen Allianze verflicht, fir d'Recht nees hirzestellen, an ze verhënneren datt d'Stied geplëmmt ginn. Verschidde Mëssstänn, déi zu der Revolt gefouert hunn, huet hien aus dem Wee raume gelooss, an huet och de Poliskonstitutiounen noginn, soudatt verschidde griichesch Stied nees zu hirer Demokratie konnten zréckgoen. Weiderhin huet hien duerch nei Kadasteropname fir eng méi gerecht Verdeelung vun de Steiere gesuergt, och wa sech un der Totalitéit vun der Zomm vum Tribut näischt geännert huet.




#Article 17: Aristagoras (324 words)


Den Aristagoras war en Tyrann vu Milet am 6. a fréien 5. Joerhonnert v. Chr.

Hie war de Jong vum Molpagoras an de Schwoër vum Histiaeus deen d'Perser als Tyrann vu Milet agesat haten. Den Aristagoras koum un d'Muecht wéi den Histiaeus Conseiller vum persesche Grousskinnek Dareios I. gouf. Wéi Naxos sech 502 géint d'Perser revoltéiert huet, hunn d'Perser vun der Insel den Aristagoras ëm Hëllef geruff, an domat war hien direkt d'Accord, an der Hoffnung selwer Herrscher iwwer d'Insel kënnen ze ginn. Zesumme mam Artaphernes, Satrap vu Lydien, huet hie sech mat enger Flott op de Wee gemaach. Allerdéngs krut den Aristagoras sech mam Kapitän vun der Flott Megabates an d'Hoër deen doropshi Naxos virgewarnt huet a sou war déi ganz Expeditioun eng Néierlag.

Aus Angscht virun de Perser huet sech den Aristagoras mat den Ionier zesummegedoen an en Opstand un d'Rulle bruecht. 499 gouf den Aristagoras zu Milet vum gréissten Deel vun der Bevëlkerung ënnerstëtzt. Amplaz vun der Tyrannis gouf eng Demokratie op d'Bee gestallt a kuerz drop huet sech d'Revolt a ganz Ionien verbreet.

Doropshin huet sech den Aristagorasop de Wee a Griicheland gemaach, fir weider Ënnerstëtzung ze sammelen. Zu Sparta huet hie sech mam Kinnek Kleomenes getraff a versicht hien z'iwwerzeege mat den Argumenter datt d'Perser eng schwaach Arméi hätten an datt et vill Räichtemer fir d'Männer ze huele géif ginn. De Kleomenes war allerdéngs anerer Meenung an huet d'Offer zréckgewisen. Méi Gléck hat den Aristagoras zu Athen well, wann een dem Herodot gleewe kann, ass et méi einfach, eng ganz Versammlung vun Athener z'iwwerzeegen, wéi ee spartanesche Kinnek.

Mat der Hëllef vun den Athener huet den Aristagoras Sardis ugegraff, d'persesch Haaptstad an Ionien. Mä déi ganz Revolt war eng Néierlag fir d'Griichen, an den Aristagoras huet sech duerch d'Bascht gemaach. An Thrakien huet hie versicht eng Kolonie ze grënnen, do wou spéider d'Athener Amphipolis grënne wäerten.

Schlussendlech gouf hie vun Thrakier ëmbruecht wéi hien eng thrakesch Stad ugegraff huet.




#Article 18: Perserkricher (1136 words)


DPerserkricher waren am 5. Joerhonnert v. Chr. d'Versich vun de persesche Grousskinneken Dareios I. a Xerxes I., duerch militäresch Gewalt dat antiikt Griicheland un hiert Räich unzeglidderen. Dës Entreprise hat, obschonn d'Perser bei wäitem iwwerleeë waren, keen Erfolleg. Vun de Griichen, déi gewonnen haten, gouf déi erfollegräich Verdeedegung vun hirem Mammeland, an och d'Affer déi si gefuerdert huet, séier zu engem nationale Mythos erhuewen, dee sech och an Theaterstécker wéi D'Perser vum Aischylos ausgedréckt huet. Dëse Mythos huet deelweis bis an d'20. Joerhonnert iwwerlieft, a gouf historesch dacks als Verdeedegung vun der Fräiheet vum Owendland géint orientalesch Despotie a Gewaltherrschaft ëmgedeit.

Ausgeléist goufen d'Perserkricher duerch déi sougenanntn Ionesch Revolt. Als Héichpunkter zielen d'Schluecht vu Marathon am éischten, souwéi d'Schluecht vu Salamis am zweete Perserkrich. D'Néierlag vun de Perser hat grouss Auswierkungen op déi weider persesch a griichesch Geschicht. Déi wichtegst zäitgenëssesch Source fir d'Evenementer ass den anticken Historiker Herodot, och wann een him net ëmmer all Wuert gleewe kann.

Um Enn vum 6. Joerhonnert v. Chr. war d'Perserräich zu enger Groussmuecht gewuess. Duerch d'Eruewerung vu Klengasien koumen d'ionesch Griichen, déi hei gewunnt hunn, ënner persesch Herrschaft, wärend de Rescht vun de Griiche weiderhin hir Onofhängegkeet hat. Dëst war d'Ausgangssituatioun fir déi spéider Konflikter.

Scho 491 v. Chr. haten d'Perser Diplomate lassgeschéckt, déi d'Ënnerwerfung vun de griichesche Poleis gefuerdert hunn. Vill hunn ënner dem Drock noginn. Athen a Sparta hu sech awer geweigert, an d'Gesandten ëmbruecht. Als Äntwert huet Persien seng Flott an d'Egäescht Mier geschéckt, fir d'Griiche mat Gewalt zu enger Ënnerwerfung ze zwéngen. D'Kykladen hu sech erginn, Eretria gouf eruewert, an eng persesch Expeditiounssträitmuecht ass zu Attika net wäit ewech vu Marathon gelant. De Leefer Pheidippides soll a Rekordzäit op Sparta gelaf sinn, fir si ëm Hëllef ze ruffen, mä d'Spartaner konnten aus reliéise Grënn net direkt lassmarschéieren, a koumen domat ze spéit. Laut dem Platon war eng Revolt vun den Heloten dru Schold. D'Perser - si haten den Hëllefruff op Sparta matkritt - hunn direkt d'Schluecht vu Marathon ugefaangen, déi mat enger Victoire vun den Athener a Platäer, mat wéineg eegene Verloschter (genee 192 Männer si gefall), awer - wann een den Iwwerliwwerungen traue kann - mat Dausenden Affer op persescher Säit op en Enn gaangen ass. Den Held vun der Situatioun war de Griich Miltiades, deen d'Arméi ugefouert hat. Persien hat duerno mat innepolitesche Problemer ze kämpfen, soudatt eng weider Expeditioun net a Betruecht gezu ginn ass.

De Politiker Themistokles huet awer d'Gefor gesinn, déi d'persesch Flott duergestallt huet. Mat vill Iwwerriedungskonscht ass et him gelongen, datt Athen eng staark Flott opgebaut huet, an op der Hallefinsel Piräus e Krichshafen ugeluecht huet.

Méi doriwwer an den Artikelen Ionesch Revolt a Schluecht vu Marathon

Den Hellespont, eng Waasserstrooss déi Europa um nërdlechen Enn vun der Egäis vu Klengasien getrennt huet, war dat éischt grousst Hindernis um Wee vun der persescher Arméi a Griicheland. De Xerxes huet déi enkste Plaz, déi ëmmer nach eng Séimeil breet war, mat enger aussergewéinlecher Duebelbréck aus Honnerte vu Schëffer iwwerbréckt. Wéi den Herodot erzielt, goufen d'Schëffer, déi parallel zu der Küst louchen, mat Seeler zesummegebonnen, a wéinst der staarker Stréimung an dem Wand duerch grouss schwéier Anker a Posititioun gehalen. Staark a schwéier Seeler aus Papyrus a Fluess goufe vu Küst zu Küst queesch iwwer d'Schëffer verluecht a gespaant. Dem Xerxes seng Ingenieuren hunn eng kombinéiert Hänk- a Pontonbréck gebaut. D'Seeler hunn d'Bréck stabiliséiert, an hunn de Schëffer en Deel vun hirer Belaaschtung geholl, d'Schëffer hu verhënnert, datt d'Seeler op der Waasseruewerfläch duerchgehaange sinn. Mat enger Schicht Buedem gouf d'Bréck fir d'Reiderei an d'Fousstruppen zu enger normaler Arméistrooss. Zu béide Säiten hunn d'Perser Blenden aus Matte gebaut, well si Angscht haten, d'Päerd géifen duerch d'Stréimung schei ginn. De Xerxes huet zwou vun dëse Brécke baue gelooss. Fir déi méi laang, déi wuel gutt zwee Kilometer laang huet misse sinn, goufen 360 Schëffer gebraucht, fir déi zweet Bréck waren et 314. D'Gréisst vun der persescher Arméi kann een un der Tatsaach moossen, datt et eng ganz Woch gedauert huet, bis all d'Zaldoten iwwer d'Mierengt komm waren.

Wärend d'Peloponnesier eng Verdeedegungslinn beim Isthmus vu Korinth virgeschloen hunn, ass den Themistokles fir eng méi fréi Verdeedegungslinn agetrueden. Versich, d'Perser duerch d'Schluecht vun den Thermopylen an d'Schluecht vun Artemision opzehalen, hate keen Erfolleg.

Athen gouf evakuéiert, an d'griichesch Flott huet sech op d'Insel Salamis zréckgezunn. Dem Themistokles ass et gelongen, d'persesch Flott an dës enk Waasser ze lackelen, an deenen déi schwéier persesch Schëffer schlecht manövréiere konnten. An der Schluecht vu Salamis konnten déi meescht persesch Schëffer zerstéiert ginn. De Xerxes an de Rescht vu senger Flott sinn zréck an Asien gezunn, an hunn d'Landarméi ënner dem Mardonios zréckgelooss, deen an Thessalien mat der Arméi de Wanter verbruecht huet.

Am Fréijoer drop (479 v. Chr.) huet de Mardonios Athen zweemol de Fridden ugebueden, mä d'Athener waren net averstanen. D'Krichshandlunge sinn a Böotien mat der Schluecht vu Platää op en Enn gaangen; de Mardonios gouf ëmbruecht a seng Arméi gouf verdriwwen. D'Iwwerreschter vun der persescher Arméi hu Griicheland nees verlooss, mä nëmme wéineg si lieweg an Asien ukomm. Am selwechte Joer huet d'griichesch Flott ënner dem spartanesche Kinnek Leotychides de Rescht vun der persescher Flott, déi u Land louch, bei Mykale geschloen.

Duerch d'Néierlag vum Xerxes hunn d'Griichen a Klengasien nees eng Rebellioun ugefaangen. 478 v. Chr. huet eng Flott ënner dem Spartaner Pausanias Byzanz eruewert, an op Zypern koum et zu engem Opstand. An dësem Moment hu sech d'Peloponnesier zréckgezunn. Ënner der Leedung vun Athen ass 477 v. Chr. zum Schutz géint eventuell Iwwergrëffer vun de Perser den attesch-delesche Séibond entstanen, zu dem nieft Athen och griichesch Küstestied an Inselen an der Egäis gehéiert hunn. De Bond, dee sech spéider zu engem Muechtinstrument vun Athen entwéckelt huet, gouf eréischt 404 v. Chr. no der Néierlag vun Athen am Peloponnesesche Krich (zwangsweis) opgeléist.

Den athenesche Strateg a Politiker Kimon konnt 466/465 v. Chr. eng persesch Arméi a Flott beim Eurymedon schloen. Ëm 460 v. Chr. huet Athen 200 Schëffer zur Ënnerstëtzung vun engem Opstand an Egypten geschéckt. Si hunn awer hir Flott verluer, nodeem d'Perser zirka 454 v. Chr. iwwer den Nil e Géigenugrëff zu Memphis op d'Bee gestallt hunn. En anere Feldzuch fir Egypten 450 z'ënnerstëtzen, hat keen Erfolleg, an Zypern gouf opginn.

Ëm 449/448 v. Chr. gouf mat der Ënnerstëtzung vum Perikles de Kalliasfridden tëscht Perser a Griichen ënnerschriwwen. Obschonn déi genee Natur vum Friddensschloss zimmlech onkloer bleift, war d'Resultat d'Onofhängegkeet vun den ionesche Griiche vu Persien, an d'Egäescht Mier war zou fir persesch Krichsschëffer.

D'Perserräich huet och weiderhi versicht, en Hegemonieusproch iwwer d'Griichen auszeüben, an an enger Zort Kale Krich op diplomateschem oder ökonomeschem Wee, griichesch Stied fir sech ze gewannen. Dëst ass eréischt mam Alexander dem Groussen op en Enn gaangen, dee Persien eruewert huet.

Déi wichtegst Source fir d'Perserkricher ass den Herodot (speziell vum fënnefte Buch un: Ionesch Revolt).




#Article 19: Alt.letzebuerger (198 words)


alt.letzebuerger ass eng Usenet-Newsgroups déi sech reng a lëtzebuergescher Sprooch ofwéckelt.

Den Ufank vun alt.letzebuerger zréck ze verfollegen ass opgrond vun der Usenetstruktur net ganz einfach. Gegrënnt gouf se warscheinlech vu Lëtzebuerger ETH Studenten. alt.letzebuerger feiert säi Gebuertsdag den 12. Mee, well deen eelsten Thread (Diskussioun), dee bis elo an den Archiver fonnt gouf, vum 12. Mee 1993 ass.

Momentan huet alt.letzebuerger ronn eng Dose Stammschreiwer. Am Schnëtt ginn tëscht 50 an 100 Posts am Mount geschriwwen.

D'Theemen an alt.letzebuerger si breet gefächert mat Schwéierpunkt op national Theme wéi grouss Organisatiounen, Walen, Handyréseauen, Klaatsch an Traatsch iwwer déi national Politiker an Theemen, déi sech um internationale Geschéien orientéieren. Beléift sinn hei sportlech Organisatioune wéi d'Olympesch Spiller oder d'WM an d'EM am Foussball.
E gewëssene Minimum vu Manéieren a Respekt vun der Netiquette gëtt verlaangt, mä et gëtt een net auserneegeholl, wann e mol e Feeler mécht.

Maurice Bjuis - Iechternach, LU
Patrik Dardar - Bouneweg, LU
Thomas Former - Sachsen-Anhalt, DE
Jean Gangolf - Iechternach, LU
Frederico Gentile - Wuermer, LU
Thorben Grosser - Konsdref, LU
Steven Hansen - Diddeleng, LU
Armand Jost - Sandweiler, LU
Raymond Kauffmann - Leideleng, LU
Laurent Schmalen - Ettelbréck, LU; Oochen, DE




#Article 20: Carl Theodor Dreyer (439 words)


De Carl Theodor Dreyer, gebuer den 3. Februar 1889 zu Kopenhagen, gestuerwen den 20. Mäerz 1968 zu Kopenhagen war en dänesche Filmregisseur.

Den Dreyer ass als Karl Nielsen op d'Welt komm, d'Kand vun enger net bestueter Josefine Berhardine Nilsson. De klenge Karl ass nach duerch zwou Fleegefamille passéiert ier hien am Alter vun zwee Joer bei eng streng dänesch lutheranesch Koppel koum; den Typograph Carl Theodor Dreyer a seng Fra, d'Inger Marie. De klenge Karl gouf adoptéiert a krut dem Fleegepapp säin Numm. Et war och déi Zäit, an där seng biologesch Mamm gestuerwen ass, wéi se eng nei Schwangerschaft wollt ofdreiwen. Et ass net bekannt wéini den Dreyer seng Familljeverhältnesser matkritt huet. A ville vu senge Filmer mierkt een awer den Afloss vu sengem Kandheetstrauma.

Nodeem hien d'Grondschoul fäerdeg hat, ass hien 1906 vu sengen Adoptiveltere fortgaangen. En hat Interessi um Journalissem an huet bei der Berlingske Tinddende, der eelster dänescher Zeitung a bei der Politiken als Reporter geschafft. 1910 huet hie mat e puer Kolleegen en eegent Blat erausginn, dat et net laang ausgehalen huet. Als Mataarbechter vun Ekstra Bladet krut hie mat der dänescher Filmindustrie ze dinn. Heiansdo huet hien un Dréibicher geschafft.

Scho fir den éischte Film 'Praesidenten' huet den Dreyer dat Natierlecht an dat Realistescht gesicht. Hie sicht sech seng Duersteller selwer eraus a verzicht op geschminkt Gesiichter. Am Film geet et ëm d'Déngschtmeedche Victorine, dat wéinst dem Doud vu sengem neigebuerene Kand viru Geriicht steet. De Riichter, en éierbare Bierger, soll iwwer säin eegent erwuesse Meedchen, dat hien nieft sengem Bestietnes hat, riichten. Et ass also scho fréi ze gesinn, datt den Dreyer seng eege Vergaangenheet mat de Filmer opschafft. Dem Dreyer säi Matgefill fir ënnerdréckt Frae steigert sech bis zum 'La Passion de Jeanne d'Arc'.

Nodeem den Hausmeeschter a Frankräich gutt ukomm war, huet d'Société Génerale de Films beim Dreyer ugeklappt, fir hinnen e Geschichtsdrama ze dréinen. Entweder iwwer d'Cathérine de Medici, d'Marie-Antoinette oder d'Jeanne d'Arc. Dem Dreyer, dee sech bal an all Film mat dem mënschleche Leed beschäftegt hat, louch natierlech d'Jeanne d'Arc-Theema uewen. Zu dem Jesus Film, vun deem de Regisseur säi spéidert Liewe laang getiermt huet, ass et leider ni komm. De Glécksfall war d'Haaptduerstellerin, d'Renée Marie Falconetti, déi ënner deene sëllege Jeanne d'Arcen (Jean Seberg, Ingrid Bergman) onerreecht bleift. Den Dreyer, dee wéi de Robert Bresson dem erniddregte Mënsch e puer Monumenter gesat huet, war hei ganz a sengem Element.

Den Dreyer hat d'Prozessdossiere penibel studéiert. D'Péng an déi existenziell Angscht ass am Film mat den Hänn ze gräifen.

Déi US-amerikanesch The Criterion Collection huet vum Dreyer e puer vu senge wichtegste Produktiounen an aussergewéinlech gefleegten Editiounen erausginn.

 




#Article 21: Linux (974 words)


Linux bezeechent am strenge Sënn nëmmen de Linux-Kernel. Allerdéngs gëllt de Begrëff normalerweis och fir dat ganzt fräit Betribsystem.

Vun der Free Software Foundation a vu ville Puriste gëtt Linux och dacks GNU/Linux genannt, well Linux souwuel um Linux Kernel wéi och op de GNU-Tools opbaut. Publizéiert gëtt de Linux Kernel wéi och déi Toolen ënner der GNU GPL.

Linux als Betribssystem besteet aus e puer Deeler oder Programmen, déi vu Software-Entwéckler aus der ganzer Welt programmeiert a weiderentwéckelt ginn. Linux gëtt gewéinlech als sougenannte Linux-Distributioun ugebueden oder souguer verkaaft. Debian, Suse, Red Hat, Gentoo a Slackware sinn, fir just e puer Beispiller ze nennen, wäit entwéckelt Distributiounen.

Dat bal méi bekannt Maskottche vun der Linux-Gesellschaft ass de Pinguin Tux. Linux selwer ass e Markennumm, deen dem Linus Torvalds gehéiert.

De finneschen Universitéitstudent Linus Torvalds hat de Linux Kernel ursprénglech als Hobby geschriwwe wärend en op der Universitéit Helsinki studéiert huet. Den Torvalds hat am Ufank Minix op sengem Computer benotzt, ee vereinfachte Kernel dee vum Andrew Tanenbaum geschriwwe gi war fir Betribsystemdesign z'enseignéieren. Leider huet den Tanenbaum awer keng Extensioune fir säi Betribssystem ënnerstëtzt, wat den Torvalds dozou bruecht huet een Ersatz fir de Minix ze schreiwen. Obschonn datt am Ufank ee Minix System néideg war fir Linux z'installéieren an ze starten huet de Linux de Minix ganz séier iwwerholl wat d'Funktionalitéit ubelaangt.

Déi éischt Linux Versioun ass am September 1991 op den Internet gesat ginn, a kuerz drop, am Oktober, ass eng zweet Versioun nokomm (Kuckt heizou och ). Zanter dem Moment hunn dausende vun Developpeure rondrëm d'Welt beim Projet matgemaach. Dem Eric S. Raymond säin Essay The Cathedral and the Bazaar diskutéiert iwwer den Developementsmodèle vum Linux Kernel a vun änlecher Software.

D'Geschicht vum Linuxkernel ass enk mat där vum GNU verbonnen, ee bekannte fräie Software Projet dee vum Richard Stallman geleet gëtt. De GNU Projet ass 1983 gestart ginn fir ee komplette Unix-änleche Betribssystem, mat Entwécklertools an Endbenotzerapplikatiounsprogrammer z'entwéckelen, dee ganz aus fräier Software besteet. Wéi déi éischt Release vum Linux Kernel erauskomm ass, hat de GNU Projet schonn all néideg Komponente fir dee System produzéiert, ausser ebe just de Kernel. Den Torvalds an aner fréi Linux-Entwéckler hunn hire Kernel sou opgebaut datt e mat de GNU Komponenten a User-space Programmer zesummeschaffe konnt fir e voll funktiounsfäege Betribssystem ze sinn. De Linux Kernel a Betribssystem sinn ënner der GNU General Public License (GPL) lizenzéiert, déi verlaangt datt all Quellcodeännerungen an derivéiert Aarbechten och ënner der GPL musse lizenséiert ginn. Déi Method gëtt normalerweis als eng deelt, an deelt mat Lizenz bezeechent. Am Joer 1997 huet Linus Torvalds gesot datt de Linux ënner d'GPL ze setzen definitiv dat bescht war wat ech jee gemaach hunn (liest heizou och ).

Den Numm Linux ass net vum Torvalds selwer erausgesicht ginn, mä vum Ari Lemmke, Administrateur vum ftp.funet.fi, deen dem FTP Directory vun deem de Linux fir d'éischt disponibel war, en Numm ginn huet (). D'geschützte Mark Linux (SN: 1916230) gehéiert dem Linus Torvalds, an ass régistréiert fir Computerbetribssystemer fir Computerbenotzung an -operatioun ze vereinfachen. D'Lizenzéierung vun der geschützter Mark gëtt elo vum Linux Mark Institute geréiert.

Dem Linus Torvalds no sollt d'Betribssystem eigentlech Freax heeschen, zesummegesat aus dem englesche Wuert Freak an dem X um Schluss vun Unix.

Wéi de Linus ugefaangen huet u sengem Minix-Clonen ze schaffen, huet en am Ufank d'Dateien ënner dem Numm Freax um FTP-Server vu senger Uni (Helsinki a Finnland) ofgeluet. Den Numm Freax huet dem Administrateur vun deem Server awer net gefall, an hien huet dann och déi ganz Saachen an den neien Dossier Linux gesat. Fir e groussen Opstand ze vermeiden, a sécherlech och well em déi néideg Fantasie gefeelt huet fir e besseren Numm ze fannen, huet den Torvalds näischt gesot, an déi nei Situatioun akzeptéiert.

Den Tux ass 1996 vum Larry Ewing gemoolt ginn. D'Iddi datt d'Linuxmaskottchen ausgerechent ee Pinguin soll sinn koum vum Linus Torvalds selwer, dem Schöpfer vum Linux.

Verschidde Leit behaapten den Numm kéim vun Torvalds UniX, een Numm dee vum James Hughes virgeschloe ginn ass. Mä am Allgemenge gëtt ugeholl, datt den Numm vun tuxedo kënnt, Englesch fir Frack (de Pinguin kuckt jo sou aus wéi wann hien ee Frack unhätt).

Den Tux ass fir ee Linux Logo's Concours gemoolt ginn. Biller vun anere Propositioune kënnen um fonnt ginn. De Gewënner ass vum Larry Ewing mam Gimp gemoolt ginn. De Gimp ass ee fräie Molprogramm. De Larry Ewing huet de Pinguin der Communautéit mat follgende Konditiounen zur Verfügung gestallt:

Den Torvalds huet no eppes Witzeges a Sympathesches gesicht wat ee mat Linux associéiere kann, an ee liicht décke Pinguin, dee sech no enger gudder Moolzecht liddreg dohi sëtzt huet perfekt gepasst!

Den Tux ass een Ikon fir d'Linux an d'Open Source Communautéit ginn, an et huet souguer ee brittesche Linux User Group ee Pinguin vum Bristol Zoo adoptéiert. De Pinguin ass méi bekannt wéi säi grousse Frënd, de GNU, ee friddlecht a scheit Gnu deen de GNU Projet representéiert.

Den Tux ass dacks verschidden ugedoen duergestallt, jee no Kontext; zum Beispill, wann hie fir de PaX Sécherheetsalgorithmus steet huet hien een Helm un, a fuchtelt mat enger Aaxt an engem Schëld rondrëm, a seng Ae si rout.

Tux ass och den Haaptacteur vun engem Linux Spill wat Tux Racer genannt gëtt, an deem de Spiller den Tux iwwer eng Rei veräisten Hiwwelen erofsteiert, op sengem Bauch, an deem e probéiert Hierken ze frupsen, an d'Zäitlimit ze klappen. Den Tux ass och eng Figur vum Web comic User Friendly.

A verschiddenen Linux Distributioune seet den Tux dem Utilisateur moie wärend dem booten, a Multiprozessersystemer weise souvill Tuxe wéi Prozessoren do sinn.

TUX ass och den Numm vun engem Web Server deen am Linux Kernel leeft, dee capabel ass statesch Websäite fir méi séier ze zerwéiere wéi traditionell Servere wéi den Apache HTTP Server. Dës Software gëtt vu Red Hat ënnerhalen.




#Article 22: Uelzecht (356 words)


DUelzecht ass ee franséisch-lëtzebuergesche Floss a mat 68 km op Lëtzebuerger Terrain den zweetlängste Floss vum Land. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Sauer a gehéiert domat zum Anzuchsgebitt vun der Musel an doriwwer eraus zum Baseng vum Rhäin.

Déi eigentlech Quell vun der Uelzecht war südwestlech vu Villerupt am franséischen Departement Moselle, an engem schmuelen Dall an deem d'Cité Sainte-Claire läit. Un d'Uelzecht erënnert do nach just e Weier mam Numm Étang de l'Alzette. Op verschiddenen alen topographesche Kaarte gëtt eng Quell südlech vun Däitsch-Oth als Quell vun der Uelzecht uginn. Bei der Industrialiséierung vum Dall ass d'Uelzecht grad wéi hir Niewebaache westlech vu Villerupt iwwerdeckelt a mat engem Kollekter ënner Villerupt erduerch gefouert ginn. Dee Kollekter kënnt bei Micheville aus dem Buedem eraus an et ass déi Plaz déi vun der franséischer Waasserverwaltung elo als Quell vun der Uelzecht definéiert gëtt. Se leeft vun do ënner dem Numm Canal de la Vacherie à l'Alzette bis op d'lëtzebuergesch Grenz zu Esch-Uelzecht. Hir eenzeg nennenswäert Niewebaach a Frankräich ass d'Beler déi vu Réideng kënnt.

Op franséische Landkaarten aus dem 16. Joerhonnert si sechs Niewebaache bekannt, vun deenen der haut fënnef aus dem Landschaftsbild verschwonne sinn, an Esch ass als Mauvais-Esch uginn.

Zu Esch leeft d'Uelzecht ënner der Uelzecht- an der Helen-Buchholz-Strooss erduerch a kënnt op der Héicht vum Schlassgoart, wou fréier d'Berwart-Schlass stoung, erëm un Dagesliicht. Bis 1911 goung hire Laf duerch déi haiteg Kanal- a Liberatiounsstrooss, fir dann an déi ënnescht Uelzechtstross anzebéien, déi 1905 ugeluecht gouf, woubäi d'Uelzecht iwwerdeckelt gouf.

Hanner Esch leeft se durech d'Wisen, laanscht Schëffleng, Hunchereng, Fenneng, Beetebuerg, Léiweng, Bierchem, Béiweng, Réiser, Hesper an duerch d'Quartieren Hamm, Bouneweg, Polvermillen, Gronn, Clausen, Pafendall, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng a Beggen vun der Stad Lëtzebuerg, wou se sech tëscht de Sandsteefielsen e Wee gesicht huet. Duerch d'Stad mécht d'Uelzecht op grousse Strecken och d'Grenz tëscht de Quartieren.

Hanner der Stad leeft d'Uelzecht viru laanscht Bäreldeng, Walfer, Steesel, Bouferdeng, Hielem, Hënsdref, Luerenzweiler, Pretten, Lëntgen, Gousseldeng a Rolleng. Se fléisst duerch Miersch, an da laanscht d'Uertschaften Biereng, Miesdref, Pëtten, Kruuchten, Colmer-Bierg, Schieren a Grenzen ier se, no 73 km, tëscht Ettelbréck an Angelduerf an d'Sauer leeft.




#Article 23: Protogeschicht (101 words)


D'Period vun der Protogeschicht läit tëscht der Virgeschicht an der eigentlecher Geschicht. Dëst ass d'Period wou eng Zivilisatioun nach keng eege Schrëft huet, awer an de Schrëfte vun anere Kulturen opdaucht. Dowéinst ginn an Europa d'Kelten an d'Germanen als protogeschichtlech ugesi vun deem Moment u wou d'Griichen an d'Réimer iwwer se schreiwen.

D'genee Grenzen tëscht Protogeschicht, Virgeschicht a Geschicht sinn net sou einfach ze definéieren, well se vu Kultur zu Kultur, vu Regioun zu Regioun extreem ënnerschiddlech sinn. Fir ze vereinfachen, kann een d'Protogeschicht mat de Metallzäitaltere gläichsetzen:

D'Zivilisatiounen oder ethnesch Communautéiten déi eis am meeschte bekannt sinn, sinn d'europäesch Barbaren:




#Article 24: GNU Free Documentation License (347 words)


D'GNU Free Documentation License (Kuerzform: GFDL oder GNU-FDL) ass eng Lizenz, deer hiren Text vun der Free Software Foundation ausgeschafft ginn ass. Dës Lizenz huet als Zil, d'Verbreedung vu fräiem Contenu z'ënnerstëtzen. D'Texter op Wikipedia ginn ënner der GFDL verëffentlecht.

Opgepasst: fräie Contenu ass keen Domaine public.

Et kann een also net mat engem Wierk ënner GFDL alles maachen, wat ee wëllt. Et kann ee sou e Wierk zwar fräi benotzen an och fräi veränneren, mä all dat just ënner der Konditioun, datt d'Wierk, souguer ënner senger verännerter Form, ëmmer nach ënner der GFDL bleift.

Dofir muss ee bei all Reproduktioun oder Representatioun vun engem Wierk ënner GFDL däitlech uginn, datt dat Wierk, souguer ënner senger verännerter Form, ënner der GFDL steet, an et muss een dann och den integralen engleschen Original-Text vun der GFDL dobäisetzen. Natierlech ass et ubruecht, zu Lëtzebuerg och eng Iwwersetzung op Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch vun der GFDL nach dobäizesetzen. Den engleschen Text ass awer bei Iwwersetzungsënnerscheeder deen eenzeg verbindlechen. Dir kënnt den integralen englesche GFDL-Text kamoud iwwer  kucke goen, déi däitsch a franséisch onverbindlech Iwwersetzunge fannt Dir um Spaweck.

Déi verschidde Mataarbechter un engem Wierk ënner GFDL bleiwen d'Auteure vun hire Säiten oder Biller. Si mussen also bei all Reproduktioun an/oder Representatioun vun deem Wierk, souguer ënner enger verännerter Form, mat hirem vollen Numm ernimmt ginn. Dëst geschitt bei Wikipedia-Artikelen duerch d'Historique-Säit, déi bei all Artikel iwwer e Reider z'erreechen ass, a bei Wikipedia-Biller duerch Bildbeschreiwungssäit, déi bei all Bild duerch d'Uklicke vum Bild z'erreechen ass.

Wa mer zesummefaasse wëllen, dann ass dee groussen Ënnerscheed tëschent Domaine Public a GFDL also, datt een, wann een e Wierk, wat ënner den Domaine public gefall ass, op eng originell Aart a Weis verännert, op déi Verännerung Auteursrechter kréie kann. Mä wann een e Wierk ënner GFDL verännert, da kann een ni Auteursrechter op déi Verännerung kréien, dat verännert Wierk bleift ëmmer nach ënner GFDL a ka vu jidderengem benotzt a weiderverännert ginn. Wien domat net averstanen ass, dee kritt vun der GFDL carrément iwwerhaapt net d'Recht, dat GFDL-Wierk ze benotzen oder ze veränneren.




#Article 25: Wiki (154 words)


E Wiki ass eng dynamesch Websäit wou all Visiteur d'Säite verännere ka wéi et him gefält. Dëst erméiglecht e séieren Informatiounsaustausch an eng séier Informatiounsverbreedung.

Dëst ass e rezent Konzept, och wann et déi technesch Méiglechkeeten dofir schonn zanter e puer Jore gëtt. Seng einfach Handhabung huet et an den 2000er Joren méiglech gemaach, datt eng ganz Partie där Site gegrënnt goufen.

Den Numm Wiki kënnt aus dem hawaianeschen a bedeit souvill wéi séier. De Ward Cunningham, de kreative Kapp hanner dem Wikisystem huet dësen Numm benotzt, fir den éischte Site vun dëser Kategorie ze benennen, de WikiWikiWeb.

De Prinzip ass einfach: et handelt sech ëm e kooperative Modell fir Dokumenter ze schreiwen. Konkreet bedeit dat, datt all Visiteur deen d'Säit liest, se och verännere kann. Dës Ännerunge gi gespäichert an den Historique ass fir all Mënsch zougänglech.

Wann de Wikisystem e Konzept ass, sou gëtt et eng Rei Programmer, déi en effektiv ëmsetzen.




#Article 26: Heaven's Gate (301 words)


Heaven's Gate (Das Tor zum Himmel, La porte du paradis) ass e Film vum Michael Cimino deen 1980 erauskomm ass.

Heaven's Gate ass en epesch ugeluechte Film iwwer de Krich tëscht de räiche Véibesëtzer an den aarmen Awanderer aus Osteuropa am Montana (USA) an den achtzeger Jore vum 19. Joerhonnert.

An den USA beschränkt sech d'Vergaangenheet aus den Ufankszäiten am Kino nëmmen op d'Mythologie vum Western. Et gouf de Gangster, dee vum gudde Sheriff oder Marshall gefaange gouf, d'Arméi huet sech mat de béisen Indianer beschäftegt. Heiansdo gouf et och emol e gudden Indianer an engem Film, an domat hat déi ganz Saach sech dann.

Mä du koum de Michael Cimino. Hie rullt eng ganz aner Säit vun der Besiidlung vu den USA op, nämlech déi, datt räich Siidler, Kapjeeër gelount hu fir aarm Awanderer aus Osteuropa ëmzeleeën, well déi och e klengt Stéck vum amerikanesche Kuch wollten hunn.

Am Amerika vun der Reagan Äera war dat doten net gär gesinn.

E puer herrlech Zeene siefen ervirgehuewen:

Déi herrlech Fotografie vum Vilmos Zsigmond muss onbedingt nach ervirgehuewe ginn, nieft der Toun-Bande, ob et elo d'Geräischer sinn oder d'Musek.

De Film ass fir d'éischt nëmmen an der kuerzer Versioun am Kino gelaf. No an no ass dem Film säi Wäert dann erkannt ginn an du koum no Joren eng laang Fassung vum Film an d'Säll.

D'amerikanesch Kritiker hu ganz sauer reagéiert an hunn all méiglech Ursaache gesicht, fir de Film schlecht ze maachen. D'Pauline Kael huet gesot, de Film wir en Affront géint d'USA. Et goung lass, den Toun wir misarebel, d'Bild wier onschaarf, asw.
 
Et war einfach de schlechste Film vum Joer oder iwwerhaapt, an dobäi hat de Film et och nach fäerdeg bruecht fir e Filmstudio ze ruinéieren.

Déi laang Fassung ass op DVD an op Blu-ray Disc ze kréien.




#Article 27: Hollywood (690 words)


Hollywood ass e Quartier vun der US-amerikanescher Stad Los Angeles (Kalifornien), ëstlech vun der Vermont Avenue bis zum Laurel Canyon Boulevard iwwer de Sunset Boulevard an de Crescent Heights Boulevard westlech; vun Norden no Süde vum Mulholland Drive bis op dMelrose Avenue. Zu Hollywood wunnen eng Ronn 300.000 Leit.

Den Numm Hollywood kënnt duerch dem Wilcox seng Fra, d'Daeida. Bei enger Zuchrees huet d'Daeida eng Fra kennegeléiert, déi vun hirer Heemécht an Ohio geschwat huet, an déi Hollywood genannt huet. Der Daeida huet dee Klang vum Wuert sou gutt gefall datt si hirem Mann seng Ranch a Südkalifornien och Hollywood gedeeft huet.

De Wilcox huet séier e Plang fir d'Stad gezeechent deen en den 1. Februar 1887 beim County Recorder's Office ofginn huet. Datt ass dann och déi éischt offiziell Ernimmung vum Numm Hollywood. Mat senger Fra als konstante Beroder huet hien d'Prospect Avenue (haut: Hollywood Boulevard) als Haaptstrooss ugeluecht. Doropshin huet hien dunn och ugefaange Land ze verkafen. D'Daeida huet Sue gesammelt an zwou Kierchen, eng Bibliothéik an eng Schoul baue gelooss.

Ëm 1900 hat Hollywood dann och eng Post, eng Zeitung, en Hotel an zwéi Mäert, bei enger Awunnerzuel vu 500 Leit. Los Angeles 7 Meilen ëstlech dovun hat deemools 100.000 Leit. En Tram ass op der Prospect Avenue gefuer mä dee Service war alles anescht wéi zouverlässeg an een Trip huet ganzer zwou Stonne gedauert.

Den éischten Deel vum berüümten Hollywood Hotel gouf 1902 opgemaach an d'Prospect Avenue krut Pavé.

Wéi et 1910 zu engem Waassermangel wéinst inadequater Versuergung koum, gouf ofgestëmmt datt Hollywood zu Los Angeles soll gehéieren. Los Angeles huet säi Waasser aus dem Owens River bezunn. Duerch déi Annexioun goufen och d'Stroossennimm geännert an d'Prospect Avenue gouf den Hollywood Boulevard.

Um Ufank vum 20. Joerhonnert hunn Filmfirme vun New York an aus New Jersey ugefaangen a Kalifornien ze plënneren, haaptsächlech wéinst dem gudde Wieder. Obwuel et schonn elektrescht Liicht gouf sou war et dach nach net staark genuch fir adequat filmen ze kënnen an déi bescht Luucht war nach ëmmer d'Sonn. Nieft dem Klima huet awer och d'Natur d'Firmen a Kalifornien gezunn. E wichtege Punkt war och d'Distanz vu Südkalifornien op New Jersey, wat et dem Thomas Edison méi schwéier gemaach huet, sech op seng Patenter ze behaapten.

Zu där Zäit hunn dem Edison quasi all Patenter déi mam Filmen ze dinn hate gehéiert a wéi am Osten ëmmer méi Leit onofhängeg vum Edison senger Motion Picture Patents Company agéiert hunn, goufe si verklot. Also konnte si, andeems si op der Westküst souzen, méi onofhängeg schaffen. Wann den Edison Agenten op LA geschéckt huet, sou war dat dacks am Viraus gewosst an déi betraffe Leit konnte séier iwwer d'Grenz a Mexiko flüchten.

Den éischte Filmstudio, Nestor Studios, gouf 1911 vum Al Christie fir den David Horsley gegrënnt. Nach am selwechte Joer hu 15 weider Independante sech zu Hollywood néiergelooss.

Sou ass Hollywood duerch d'Filmindustrie an hir Filmstare bekannt ginn, an Hollywood gouf weltwäit zum Synonym fir d'US-amerikanesch Filmindustrie.

D'Charlie Chaplin Studioe sinn 1917 gebaut ginn. No 1953 hunnn déi Studioen enger Partie Leit gehéiert, dorënner CBS déi d'Serie Perry Mason do gefilmt hunn, a goufen 1969 vum Los Angeles Cultural Heritage Board zu engem historeschen a kulturelle Monument ernannt.

De berüümten Hollywood-Schrëftzuch hat ursprénglech e puer Buschtawe méi, do stoung nämlech Hollywoodland. E gouf 1923 opgestallt, als Reklamm fir nei Haiser déi een op den Hiwwele kafe konnt. Wärend ville Joren ass d'Schëld bliwwen ouni datt ee sech drëms gekëmmert huet. 1949 huet sech d'Hollywood Chamber of Commerce ageschallt an huet offréiert déi lescht véier Buschtawen ewechzehuelen an de Rescht ze restauréieren. Hautdesdaags ass d'Schëld eng registered trademark an däerf net ouni d'Autorisatioun vun der Hollywood Chamber of Commerce benotzt ginn.

Déi éischt Academy Awards Zeremonie war de 16. Mee 1929 am Hollywood Roosevelt Hotel.

Zanter den 30er Joren hunn deene fënnef groussen Hollywood Studioen (Paramount, RKO, 20th Century Fox, Metro-Goldwyn-Mayer a Warner Bros.) vill grouss Kinoen am ganze Land gehéiert fir hir Filmer ze weisen. D'Joren 1930 bis 1948 ginn och als den Hollywood studio system bezeechent. An de Mëtt-1950er koum d'Televisiounsindustrie nach derbäi an ass bis haut och fest zu Hollywood etabléiert.




#Article 28: Hollywood Boulevard (121 words)


Den Hollywood Boulevard ass eng Avenue zu Hollywood, Kalifornien. Den Hollywood Boulevard geet ëstlech vum Sunset Boulevard un an hie verleeft nordwestlech bis op d'Vermont Avenue.

Déi berüümt Strooss huet vun 1887 bis 1910 Prospect Avenue geheescht. Den Numm gouf geännert wéi Hollywood ee Quartier vu Los Angeles ginn ass. No der Annexéierung sinn och d'Hausnummere geännert ginn, a sou ass aus 100 Prospect Avenue 6400 Hollywood Boulevard ginn.

De berüümte Walk of Fame dee vun der Gower Street op d'La Brea Avenue leeft, gëtt 1958 ugefaangen. Den éischte Stär gouf 1960 geluecht, als Tribut un d'Artisten aus dem Entertainment.

Zu de bekanntsten Touristenattraktiounen um Hollywood Boulevard zielen: Grauman's Chinese Theater, Grauman's Egyptian Theater, Walk of Fame an de Kodak Theatre.




#Article 29: Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied (107 words)


 
Dës Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied ass en Deel vun de .

Den Titel Stad gëtt mat engem spezielle Gesetz verginn.

Eng Rei Stied hunn hiren Titel zanter dem Mëttelalter; dës Titele goufe mam ale Gemengegesetz vum 24.02.1843 konfirméiert. Dat neit Gemengegesetz vum 13.12.1988 huet d'Titele vun den 12 Lëtzebuerger Stied nach eng Kéier konfirméiert.
 

Mam Gesetz vum 7. Abrëll 1914 krut d'Gemengesektioun Hollerech-Bouneweg den Titel Stad:

La qualité de ville est attribuée à la section communale de Hollerich-Bonnevoie. La nouvelle ville portera le nom de Hollerich-Bonnevoie.

Am Gesetz vun 1988 gouf Hollerech-Bouneweg net méi confirméiert, well déi ganz Entitéit war mëttlerweil an d'Stad Lëtzebuerg integréiert ginn.




#Article 30: Virgeschicht (112 words)


DVirgeschicht oder Urgeschicht ass de längsten Deel (méi wéi 99%) vun der Mënschheetsgeschicht. Eigentlech ass de Begrëff Virgeschicht absurd well et keng Geschicht virun der Geschicht gëtt. Trotzdeem ass en duerch d'Fuerschung kloer definéiert. Traditionell fänkt d'Virgeschicht mam éischte Geschier aus Steen virun ongeféier 2,5 Millioune Joren un, an hält beim Opdauche vun den éischte Schrëften op, dem Ufank vun der Protogeschicht. Et ass dann och verständlech datt dës Datatioun weltwäit verschidden ass.
 
Vum Ufank vun der Mënschheet bis zur Aféierung vun der Metallurgie (a Mëtteleuropa viru ronn 4.000 Joer) nenne mir d'Steenzäit. A Mëtteleuropa ginn als éischt Koffer, da Bronze a schliisslech Eise verschafft. An anere Regioune feelen d'Koffer- an/oder Bronzezäit.




#Article 31: Ciné Sura (324 words)


De Ciné Sura ass e Kino zu Iechternach.

Direkt vis-à-vis vum Ciné Sura zu Iechternach war 1896 déi éischt cinematographesch Virstellung. Spéider gouf dëse Kino e puermol zou- an erëm opgemaach. Zanter 1991 lafen zu Iechternach, dank der Ciné Sura ASBL erëm Filmer. De Ciné Sura ass Member vum CDAC.

Haut weist de Ciné Sura aktuell Filmer, stécht awer duerch eng ganz Rei kleng Festivallen eraus, wei z. B. de One World Trilogie, d'Clipstar-Kurzfilmfestival oder de Franséische Festival.

D'Mataarbechter vum Ciné Sura si quasi all fräiwëlleg a si vu 15 Joer bis zum Pensiounsalter mat dobäi, ënner anerem hëllefen un alle Poste Schüler, Proffen, Dokteren, Educateuren an all méiglech Mënsche mat. Déi eenzeg Viraussetzung fir d'Matmaachen ass datt ee muss kinobegeeschtert sinn an déi néideg Zäit a Gedold matbréngen.

De Kino iwwersteet de Krich, gëtt no 1945 nees hannescht ëmbenannt an 1949 vun de Leit Herschbach a Gausche iwwerholl. Am Kinoboom mécht zu Iechternach, do wou haut de Cactus ass 1950 de Cinéma Plaza op. 12 Joer maachen déi zwéi Kinoe sech Konkurrenz bis de Sura schliisslech 1962 zoumecht; de Plaza 7 Joer méi spéit. Am selwechte Joer (1969) keeft d'Madame Emilie Barbelé-Heuertz de Kino zréck, allerdéngs leeft de Betrib just 3 Joer. No laangem hin an hier mécht 1972 den Iechternacher Kino seng Dieren zou.

Et sollt 15 Joer daueren, bis 1987 eng Rei Cineasten ënner der Regie vum Michel Kneip sech zesummefannen, a probéieren, de Sura erëm un d'Liewen ze bréngen. 1988 gëtt d'Ciné Sura a.s.b.l. gegrënnt. Iwwer 12 Milliounen aler Frang goufen zesummegeluecht an 1990 gouf ugefaangen, de Kino ze restauréieren.

Den 21. November 1991 ass d'Erëffnung vum neie Ciné Sura. Am Joer 2005 forméiert sech en neie Comité ënner der Presidence vum Michael Dohrmann. De Sura kritt en Open Air Kino a packt et ausserdeem am Joer 2005, deen eenzege Kino am Land ze sinn, deen net an déi rout Zuele rutscht a ka sech sou aus enger Kris erausmanövréieren.




#Article 32: Lëscht vun de Lëtzebuerger Kinoen (110 words)


Dës Lëscht vun de Kinoen zu Lëtzebuerg ass en Deel vun de .

Obschonn Lëtzebuerg e klengt Land ass, gëtt et vill Kinoen. Déi bekanntst sinn an der Stad den Utopia an de Kinepolis an zu Esch de Kinepolis Belval, déi alleguer zum Kinepolis Group gehéieren.

Déi meescht vun deene klenge Säll gi vum Centre de Diffusion et d'Animation Cinematographique (CDAC), enger A.s.b.l. déi sech ëm d'Distributioun vun de Filmer këmmert, ënnerstëtzt. Den CDAC ënnersteet der Utopia-Grupp an hëlleft deene klenge Kinoen, méi einfach a präisgënschteg un d'Filmer ze kommen.

En anere Bedreiwer ass Caramba, deen d'Kinossäll Kursaal zu Rëmeleng, Waasserhaus zu Munneref an den Ciné Ermesinde zu Miersch exploitéiert.




#Article 33: Musekwëssenschaften (355 words)


D'Wuert Musek kënnt aus dem griicheschen mousike (techne) wat souvill wéi d'Konscht vun de Musen heescht.

D'Musekwëssenschaft an hir Disziplinne befaasse sech mat der Entwécklung am Entstoe vu Musek (Musekgeschicht), hire Komponisten, hire Wierker an Interpreten, souwéi mat de Museksinstrumenter.

Weider Fuerschungsrichtunge sinn:

D'Musekwëssenschaften loosse sech graff an dräi Beräicher andeelen:

D'Musekwëssenschaften hunn eng Partie Uerdnungsdimensiounen entwéckelt déi mat ënnerschiddlechem Erfolleg op d'Musek ugewennt goufen.

Bei den ale Griichen a Réimer ware Musek an Architektur méi enk matenee verbonne wéi dat hautdesdaags de Fall ass. Architekten, Museker a Philosophen hunn an de vergaangene Joerhonnerten net nëmme Verbindunge gesicht mä sech och géigesäiteg nei Impulser ginn.

Obwuel Musek dacks als zweckfräi Konscht ugesi gëtt, als d'gezilt Uwendung wäit verbreet. Zum Beispill fir verschidde Gefiller ze schafen (Publicitéit, Filmmusek), fir therapeutesch Zwecker (Musektherapie) asw. Musek gëtt och mat anere Konschtforme verbonnen, zum Beispill mat Lyrik (Oper asw.) oder Danzen (Ballet)

Musek kann an Epochen ënnerdeelt ginn, déi sech an der konventioneller Musekgeschicht un aner Forme vu Konscht an Architektur orientéieren (zum Beispill Musek vun der Antiquitéit, Renaissancemusek, Barockmusek, Klassesch Musek asw.). Neiste Fuerschunge probéieren awer och elo eng Historiographie opzestellen déi sech mat der Musekstruktur selwer befaasst an net mat den Afless vu baussen.

An der Chronologie vun der musikalescher Entwécklung kann ee follgend eurozentristesch Ofschnetter ënnerscheeden:

Musek ass net nëmme Selbstzweck a Kultur, mä och eng Branche an der Kulturindustrie. Déi haiteg Museksindustrie bestëmmt musikalesch Entwécklungen (Casting Bands], kommerzialiséiert Formen, déi onofhängeg vunenaner entstane si wéi (Jazz, Punk) an huet duerch eng massiv Lobbyaarbecht Afloss op politesch Entscheedungen aus (Copyright).

Nieft de Firmen aus der Medienindustrie spillt och d'Musektechnologie eng ëmmer méi grouss Roll bei deem wat gelauschtert gëtt. Fir Musek déi opgeholl gouf ze lauschtere brauch ee speziell Apparater (Tounbandapparater, Plakkespiller, CD-Player, MP3-Player asw.) déi sech ëmmer méi un de Méiglechkeete vun der Computertechnologie orientéieren. Mat der Audio-CD koum d'Digitaliséierung vun der Musek, duerch d'MP3-Technologie goufen d'Musekdate kompriméiert wou verschidden Elementer aus der Musek erausgeholl kënne ginn déi fir d'Qualitéit manner wichteg erschéngen.

Mat den neien Technologien wéi zum Beispill d'DVD-Audio oder d'SACD (Super Audio CD) goufe Mono/Stereo a Méikanaltoun (am Allgemenge Fënnefkanal, Surround) erweidert.




#Article 34: Mythologie (121 words)


DMythologie (aus de griichesche Wierder mythos a logos zesummegesaat) ass d'Totalitéit vun de Soen, Mythen a Märercher vun enger Kultur oder engem Vollek.

Mir schwätze meeschtens vu Mythologie wann et ëm d'Relioun vu vergaangenen Zivilisatioune geet. Bei den haitege Reliounen dinn sech déi Gleeweg schwéier mam Gedanken, datt hir Geschichten als Mythologie bezeechent ginn, fir Verschiddener ass dat souguer eng Beleidegung.

Verschidde Symboler fënnt een och an e puer Mythologië ronderëm d'Welt erëm, entweder well se vun enger Kultur an déi aner iwwergaange sinn oder well se sech einfach onofhängeg vuneneen entwéckelt hunn (zum Beispill den Ouroboros).

Vu Gëtter, Elfen an Zauberer ass och nach haut riets. Bescht Beispill dofir ass wuel dem Tolkien säi Wierk The Lord of the Rings.




#Article 35: Den Dram vun der rouder Kummer (187 words)


Den Dram vun der rouder Kummer, op Chineesesch 红楼梦 / 紅樓夢 Hóng Lóu Mèng, och genannt „D'Geschicht vum Steen“, op Chineesesch 石头记 / 石頭記 Shítóu Jì, ass ee vun de bekanntste klassesche Romaner aus dem ale China. E gehéiert zu de véier klassesche Romaner vu China.

Den Auteur Cáo Xuěqín (曹雪芹, Tsao Hsüe Kin) (1715-1764), dee seng Aarbecht ëmmer nees iwwerschafft huet, krut säi Projet, iwwer honnert Kapitelen ze schreiwen, net fäerdeg. 1792 ass eng vum Gāo È (高鹗 / 高鶚, Kao O) op 120 Kapitele verlängert Editioun gedréckt ginn.

Et ass eng filigran verschachtelt Geschicht mat iwwer 350 Figuren an där et ëm d'Entwécklung an de Verfall vun enger Aristokratefamill aus der Mandschurei geet. 

Well de Gāo È d'Enn e bëssen adaptéiert huet, fir der Zensur vum Keeser z'entgoen, huet déi Versioun de sozialkriteschen Hannergrond verluer.

Dëse Roman gëllt als als déi bescht Duerstellung vu China an der Zäit vun der Qing-Dynastie (1644 - 1912).

Als lescht Editioun gëllt déi vum Feng Qiyong, déi 1953 zu Peking an dräi Bänn erauskoum. Dodra sinn déi 80 Kapitele vum Cao Zhan an déi lescht 40 vum Gāo È.




#Article 36: Foni Tissen (173 words)


Den Alphonse Foni Tissen, gebuer den 3. Juni 1909 zu Rëmeleng a gestuerwen de 5. Februar 1975 zu Nanzeg, war e Lëtzebuerger Konschterzéier a Moler.

No der Primärschoul zu Rëmeleng ass hie vun 1921 bis 1928 an de Lycée Henri Poincaré op Nanzeg säi Secondaire maache gaangen. Duerno huet e véier Joer an der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis Konscht studéiert. No sechs Joer, an deenen hie sech an der ganzer Welt erëmgedriwwen huet, geet hien 1936 op München an 1938 op Bréissel op d'Akademie.

No der Pensioun huet hie sech meeschtens a sengem Haus zu Heeschpelt opgehalen. Hie konnt net laang dovu profitéieren, well hien ass schonn de 5. Februar 1975 zu Nanzeg am Spidol gestuerwen.

De Foni Tissen war de Brudder vun der Schauspillerin Berthe Tissen. Hie war bestuet a Papp vun zwou Duechteren: Baba (Barbara) Tissen a Vouf (Viviane) Tissen.

Vun 1970 bis 1971 war hie President vum Rotary Club vun Esch-Uelzecht.

Am Joer 2009 si fir den honnertste Gebuertsdag vum Foni Tissen eng sëlleg Evenementer organiséiert ginn:




#Article 37: Johann Sebastian Bach (5785 words)


De Johann Sebastian Bach, gebuer den  zu Eisenach, a gestuerwen den 28. Juli 1750 zu Leipzig, war en däitsche Barock-Komponist, an een zu senger Zäit berüümten Organist an Cembalist. Hie war dee jéngste vum Johann Ambrosius Bach a senger Fra Elisabeth hiren aacht Kanner. De Bach gëllt och nach hautdesdaags als ee vun de gréisste Komponiste vun der Welt deen déi méi spéit Musek staark beaflosst huet an deem seng Wierker op der ganzer Welt vertruede sinn.

Zu senge Liefzäiten hunn dem Bach seng Kompositioune keng grouss Beuechtung fonnt, am Verglach mat sengen Zäitgenosse Georg Friedrich Händel oder Georg Philipp Telemann. Europawäit war de Bach zu Liefzäite virun allem als Uergel- an Cembalovirtuos bekannt, souwéi als Meeschter vun der Improvisatioun. Hien hat och en exzellente Ruff als Uergelexpert. Donieft huet de Bach, wéi vill vun den deemolege Museker och d'Violin beherrscht an huet Opféierunge vu senge Wierker heefeg vun der Braatsch aus geleet.

Dem Bach seng haiteg Berüümtheet huet hir Wuerzelen zum engen an der Tatsaach, datt seng Wierker (zesumme mat deene vum Heinrich Schütz an den Operen an Oratorie vum Georg Friedrich Händel) déi eenzeg Barockkompositioune waren, déi um Ufank vum 20. Joerhonnert a groussem Ëmfang iwwerliwwert waren, an zum aneren huet seng konsequent Uwendung vum Kontrapunkt, verbonne mat der Affektwierkung vu senger Melodik an der Harmonik, op méi spéit Komponisten eng grouss Wierkung ausgeübt. Zanter dem 19. Joerhonnert schätze kierchlech Kreesser dem Bach seng geeschtlech Musek virum allem wéinst hirer staarker Reliéisheet.

Déi wäit Verbreedung a Receptioun vum Bach senge Wierker huet hiren Ufank fonnt, wéi dMatthäuspassion vum Felix Mendelssohn Bartholdy am Joer 1829 nees nei opgefouert gouf, a säi ganzt Wierk vun 1851 bis 1899, bei deem ënner anerem de Johannes Brahms matgewierkt huet, erausbruecht gouf. Souwuel de Mendelssohn wéi och de Brahms hu Pianoswierker vum Bach ëffentlech virgedroen. Dem Philipp Spitta seng Biographie an zwéi Bänn (1873-1879) huet de Concertspublic, deen eréischt am 19. Joerhonnert sou richteg entstanen ass, fir d'éischt a groussem Ëmfang mam Bach sengem Liewen a senge Wierker bekannt gemaach. Am Laf vum 19. an 20. Joerhonnert gouf de Bach fir Pianisten a Pianosschüler nees dat, wat e scho fir de Ludwig van Beethoven an de Robert Schumann war: e musikalescht Liewenselixier. D'Fleg vum Bach senger Kierchemusek gouf virun allem vu sengen Nofollger am Amt vum Thomaskantor zu Leipzig virubruecht. Am 20. Joerhonnert hu sech déi grouss Symphonieorchesteren an hir berüümt Dirigenten ëmmer méi sengem Instrumentalwierk ugeholl.

De Johann Sebastian Bach war dat jéngst vun aacht Kanner vum Stadpäiffer an Hafftrompettist Johann Ambrosius Bach a senger Fra Elisabeth Bach, gebuere Lämmerhirt.

Bei der Gebuert vum Bach gouf a senger Gebuertsuertschaft Eisenach nach mam Julianesche Kalenner gerechent. Dofir gëtt säi Gebuertsdatum an der Reegel mam ërtlech gëltegen Datum, dem 21. Mäerz 1685, uginn, säin Doudesdatum dogéint nom Gregorianesche Kalenner, deen zu Leipzig gëlteg war. Wann een dem Bach säi Gebuertsdatum mat aneren Date vun där Zäit vergläiche wëll, muss ee berécksiichtegen, datt hien nom Gregorianesche Kalenner, deen an anere Gebidder schonn am Gerauch war, eréischt den 31. Mäerz 1685 op d'Welt koum.

De Bach gouf op engem Méinden, den 23. Mäerz, an der Georgenkirche gedeeft. Seng fréi Kandheet huet hien zu Eisenach verbruecht, wou hien duerch de Cousin vu sengem Papp, den Organist vun der Eisenacher Georgenkirche Johann Christoph Bach, fir d'éischt Kéier a Kontakt mat Kierchen- an Uergelmusek koum. Am Alter vun aacht Joer ass hien op d'Latäinschoul vum Eisenacher Dominikanerklouschter gaangen.

Seng Mamm ass den 3. Mee 1694 gestuerwen. De 27. November 1694 huet säi Papp sech mat der Witfra Barbara Margaretha Bartholomäi, gebuere Keul, bestuet, mä ass awer e puer Méint drop, den 20. Februar 1695, gestuerwen. De Johann Sebastian ass mat sengem Brudder Johann Jacob bei säin eelere Brudder Johann Christoph Bach (1671-1721) op Ohrdruf geplënnert.

Zu Ohrdruf huet de Johann Sebastian de Lycée bis zu der Prima gemaach, a krut domat eng besser Schoulausbildung wéi seng Virfahren opweises haten. An der Secunda ware säi Cousin Johann Ernst Bach a säi liewenslaange Frënd de Georg Erdmann seng Matschüler.

Säi Brudder de Johann Christoph, dee 14 Joer méi al an zu Ohrdruf Organist war, huet seng weider Erzéiung a musikalesch Ausbildung iwwerholl. Vun him huet de Bach d'Spillen op Tastenintrumenter geléiert. Zu sengem Liewensënnerhalt huet seng Tätegkeet als Chouersänger bäigedroen.

Den 19. Januar 1700 huet de Georg Erdmann Ohrdruf verlooss an ass op Lüneburg gereest. Kuerz drop, de 15. Mäerz, ass de Johann Sebastian him nogaangen.

De Bach an den Erdmann goufen zu Lüneburg Fräischüler vum Michaelis-Klouschter. Si hunn als Diskantisten am Mettechouer gesongen. De Georg Böhm war zu där Zäit Organist an der Johanniskierch. Säin Afloss um Bach seng fréi Uergelwierker a Klavéiersuitë léisst sech stilkritesch unhuelen, awer net beleeën. Och, datt de Bach wéi ugeholl zu Celle Musek am franséische Stil konnt kenneléieren, ass net bewisen. Beluecht ass allerdéngs seng Fousswanderung op Hamburg bei de bekannten Organist Johann Adam Reincken, bei deem hie sech am Uergelspill weidergebilt huet.

Tëscht Ouschteren 1702, wéi de Bach seng Schoulzäit zu Lüneburg ofgeschloss hat, a 1703 loosse sech dem Bach seng Spueren net méi genee verfollegen. Aus engem spéidere Bréif ergëtt sech, datt hie sech am Juli fir d'vakant Organisteplaz zu Sangerhausen opgestallt hat a beim Rot och de bevirzuchte Kandidat war, mä datt den Herzog vu Sachsen-Weissenfels sech iwwer dëse Votum ewechgesat huet.

Spéitstens zanter dem Mäerz 1703 war de Bach als Lakai a Violonist an der Privatkapell vum Matregent Johann Ernst vu Sachsen-Weimar ugestallt. Bei enger Uergelprouf de 17. Mäerz 1703 huet de Bach Kontakter zum Rot vun Arnstadt geknëppt.

Den 9. August 1703 krut de Bach ouni e weidert Proufspill seng Bestallung als Organist vun der Neuen Kirche zu Arnstadt.
Hei hate scho Membere vun der Bachfamill als Museker geschafft. Dem Johann Sebasian säi Grousspapp, de Christoph Bach (1613-1661), war Haff- a Stadmusikus a säi Brudder, den Heinrich Bach (1615-1692), war Organist vun der Liebfrauenkirche an der Oberkirche. Den Heinrich Bach war de Grousspapp vum J. S. Bach senger éischter Fra, der Maria Barbara Bach. Zu Arnstadt huet och d'Witfra vu sengem Monni, dem Johann Christoph Bach (1645-1695), mat hirem Jong, dem Johann Ernst Bach (1683-1739), gewunnt. De Johann Ernst huet de Bach wärend senger Rees op Lübeck vertrueden, a krut dem Bach säin Amt nodeem dësen op Mühlhause gezu war.
 
Fir eng ongewéinlech déck Pai vu 50 Gulden an 30 Gulde fir Kascht a Logis war de Bach an der Neuen Kirche offiziell nëmme fir d'Uergelspill, an net fir d'Figuralmusek zoustänneg. Zu engem Zäitpunkt, deen net genee ze bestëmmen ass, gouf hien awer zu der Zesummenaarbecht mam Chouer vum Lycée verflicht.

Am Oktober 1705 krut de Bach fir eng Rees op Lübeck bei den Dietrich Buxtehude Congé vu véier Wochen, deen hien allerdéngs op dräi Méint verlängert huet. Obschonn hie fir e Vertrieder gesuergt hat, gouf hien den 21. Februar 1706 dowéinst a wéinst Nachlässigkeit im Dienst vum Konsistorium vun der Gemeng gerügt.

Dës Rees bei de Buxtehude huet dem Bach wäertvoll musikalesch Andréck verschaf. Dem Buxtehude seng Owendmuseken, Uergel- a Pianowierker souwéi säin onvergläichlecht Uergelspill hunn de jonken Organist a Komponist waakreg gemaach.
Déi éischt Uergel- a Pianosstécker vum Bach, déi nach erhale sinn, loossen den Afloss vum Buxtehude erkennen. Dozou gehéiere Choralvirspiller wéi zum Beispill Wie schön leuchtet der Morgenstern (BWV 739) a Präludien, Toccaten, Partiten a Phantasien.

Dem Bach säi Capriccio sopra la lontananza del fratello dilettissimo, wat hie fir säi Brudder Johann Jacob Bach, dee sech als Feldmuseker an der schweedescher Arméi verdéngt hat, komponéiert hat, gëtt op d'Joer 1706 datéiert.

An alle Biographie geet driwwer riets, datt de Bach e puermol a Konflikt mam Arnstädter Konsistorium gerode war. Dëst huet säi Verhale géintiwwer vun de Chouermembere betraff, säi Vertrieder wärend sengem Congé, a seng Manéier, op der Uergel ze spillen. Hie gouf e puermol drop higewisen, bei der Begleedung vun der Chorale am Gottesdéngscht Tëschespiller, Verzirungen a Modulatiounen z'ënnerloossen. Zitat: Halthen Ihm vor daß er bißher in dem Choral viele wunderliche variationes gemachet, viele frembde Thone mit eingemischet, daß die Gemeinde darüber confundiret worden. D'Choralbeaarbechtung zu Herr Jesu Christ, dich zu uns wend (BWV 726) mat hiren iwwerraschenden Ausweichungen, hirer Chromatik déi immens schaarf op den deemolegen Uergele geklongen huet, an den Tëschespiller, mécht d'Verwirrung vun der Gemeng verständlech.

Eng aner Kéier gouf sech beklot, datt hien eng frembde Jungfer (seng Kusinn vum zweete Grad, d'Maria Barbara Bach) op d'Chouerempore matgeholl hätt.
Dësen enke Verhältnesser huet de Bach gehofft zu Mühlhausen z'entgoen.

Nodeem de Bach de 24. Abrëll 1707 zu Mühlhausen virgespillt hat, huet hien do an der Kierch Divi Blasii den 1. Juli säin Déngscht als Organist ugetrueden. Hie krut eng Pai vu 85 Gulden, dobäi koumen Naturalien a Ressourcen aus den Niewekierchen. Wéi schonn zu Arnstadt fält op, datt hie méi en héije Loun wéi seng Virgänger an Nofollger krut. Déi Verhältnesser hunn et him erlaabt, eng Famill ze grënnen. De 17. Oktober 1707 huet hie sech zu Dornheim bei Arnstadt mat der Maria Barbara Bach bestuet.

Méifach gëtt vun Treffe vun der grousser Bach-Famill erzielt. Bei sou Treffen, beispillsweis bei Hochzäitsfeieren, gouf zesumme gesongen a musizéiert, dacks méistëmmeg an improviséiert. Am sougenannte Quodlibet (BWV 524) huet de Bach warscheinlech 1707, spéitstens 1708 sou een Duerchernee vu Lidder opgezeechent, bei deem net nëmme Feeler a Kaf geholl goufen, mä wou sech och gär provozéiert an ameséiert gouf. Den Titel Quodlibet ass net original. Et ass nëmmen e Fragment dovun erhalen, a weist en Text voller Uspillungen op. Net alles ass sou verständlech wéi Große Hochzeit, große Freuden, Große Degen, große Scheiden. Méiglecherweis gouf dëse Quodlibet beim Bach senger Hochzäit mat der Maria Barbara virgedroen.

Op Optrag zum Rotswiessel vum 4. Februar 1708 huet de Bach déi festlech Kantat Gott ist mein König (BWV 71) komponéiert, déi als eenzeg aus där Zäit als Drock erhalen ass. Kuerz drop konnt hien eng deier Erweiderung a Reparatur vun der Uergel duerchsetzen.

Am Juni 1708 ass de Bach am Zesummenhang mam Ofschloss vun de Renovéierungsaarbechte vun der Uergel op Weimar gereest, an huet virum Herzog Wilhelm Ernst virgespillt. Deen huet him d'Plaz als Hafforganist a Kammermuseker mat enger Pai vun 150 Gulde plus Naturalien ugebueden. Ausserdeem hat e grousse Brand zu Mühlhausen zu enger Verdeierung vun de Liewenskäschte gefouert. D'Aussiicht op eng wesentlech besser finanziell Situatioun war wuel de Grond, datt de Bach schonn de 25. Juni 1708 – knapps e Joer no sengem Amtsuntrëtt – zu Mühlhausen gekënnegt huet. Säin Nofollger gouf de Johann Friedrich Bach. De Bach ass awer weiderhi mat der Stad Mühlhausen verbonne bliwwen. Jeeweils fir de Februar 1709 a 1710 krut hien Opträg fir Rotswiesselkantanten, déi och op Käschte vum Rot gedréckt goufen, awer verschwonne sinn.

An der éischter Julihalschent 1708 ass de Bach mat senger schwangerer Fra op Weimar geplënnert. Den 29. Dezember vum selwechte Joer koum dat éischt Kand, d'Catharina Dorothea, gedeeft. Wärend der Weimarer Zäit koumen nach fënnef weider Kanner: de Wilhelm Friedemann (* 22. November 1710), d'Zwillinge Maria Sophia a Johann Christoph (* 23. Februar 1713, si sinn awer kuerz drop gestuerwen), de Carl Philipp Emanuel (*  1714) an de Johann Gottfried Bernhard (* 11. Mee 1715).

E groussen Deel vum Bach sengem Uergelwierk ass zu Weimar entstanen, dorënner seng Passacaglia a verschidden Toccaten, Präludien a Fugen. Hei huet hie säin Orgel-Büchlein ugefaangen, wat als Sammlung vun 164 Choralvirspiller ugeluecht war, vun deenen hien awer nëmme 44 fäerdeg geschriwwen huet.
Nieft sengem Déngscht an der Wilhelmsbuerg vum Herzog Wilhelm Ernst stoung Bach och sengem Neveu, dem Ernst August immens no, deen am Roude Schlass gewunnt huet, an zanter 1709 Matregent gi war. Säi Brudder Johann Ernst war e Schüler vum Johann Gottfried Walther. Vun him stame Virlage fir dem Bach seng Piano- an Uergeltranskriptioune BWV 592, 595, 982, 984 an 987.

Den 21. an 22. Februar 1713 war de Bach zu Weißenfels wéinst de Feierlechkeeten zum Gebuertsdag vum Herzog Christian vu Sachsen-Weißenfels. Méiglecherweis goufen do dJagdkantat BWV 208 opgefouert, dem Bach seng fréist bekannt weltlech Kantat. Kierchekantate sinn aus der fréierer Weimarer Zäit nëmme wéineg iwwerliwwert.

Géint Enn vum Joer 1713 gouf dem Bach no der Opféierung vun enger Proufkantate d'Organisteplaz an der Liebfrauenkirche zu Halle ugebueden. De Grond fir dem Bach säin Interessi un der Plaz ass net bekannt. Hie krut de 14. Dezember seng Bestallung vum Kierchekollegium, huet awer gezéckt de Vertrag z'ënnerschreiwen, an huet eréischt den 19. Mäerz 1714 eng Ofso mat der Begrënnung, datt d'Pai net sengen Erwaardunge géif entspriechen, geschéckt.

Den 2. Mäerz 1714 gouf de Bach zu Weimar zum Concertsmeeschter ernannt. Obschonn hien an der Hierarchie nach ëmmer ënner dem Kapell- an dem Vizekapellmeeschter stoung, krut hie mat 250 Gulden eng wiesentlech méi déck Pai wéi déi aner zwéin.

Mam neien Amt war d'Flicht verbonnen, all véier Wochen eng Kierchekantat um jeeweilege Sonnden ze komponéieren. Als éischt Kantat gouf de 25. Mäerz (Pällemsonnden) d'Kantat Himmelskönig, sei willkommen (BWV 182) virgedroen. Dozou koumen a reegelméissegen Ofstänn nach mindestens 20 weider Wierker, déi de Stack vun de spéidere Leipziger Kantatejoergäng gebilt hunn.

Schliisslech huet sech de Bach no enger neier Plaz ëmgekuckt, an huet dës um Haff vum Fürst Leopold vun Anhalt-Köthen fonnt, deem seng Schwëster den Ernst August de 24. Januar 1716 bestuet hat. De Grond fir dëse Schratt kann nëmme gemuttmoosst ginn. Den 1. Dezember 1716 war den éischte Kapellmeeschter Johann Samuel Drese gestuerwen. Eng Nofollegreegelung war net getraff ginn, mä säi Jong de Johann Wilhelm hat eng gewësse Virrangstellung, well hien als Vizekapellmeeschter schonn iwwer eng länger Zäit a sengem Papp seng Geschäfter hat. Domat wier fir de Bach den Opstig zum Kapellmeeschter laangfristeg blockéiert gewiescht.

De Bach huet de 5. August 1717 de Vertrag fir seng nei Plaz zu Köthen ënnerschriwwen, ouni virdru seng Entloossung zu Weimar gefrot ze hunn. Wéi en dat nohuele wollt, krut hie seng Demissioun net, mä gouf de 6. November wéinst senger Halßstarrigen Bezeügung an der Landrichterstube festgeholl. Den 2. Dezember gouf hien aus der Haft an aus dem Déngschtverhältnes entlooss.

An den Hierscht 1717 gëtt eng Episod datéiert, déi 1739 fir d'éischt Kéier ernimmt gëtt. De Bach ass op den Haff op Dresden gereest, wou et zu engem Wettsträit mam berüümten Uergelvirtuos Louis Marchand komme sollt. Mä sou wäit ass et net komm, well de Marchand deen Dag scho moies fréi nees fortgereest war, anscheinend well hie kee Verglach wollt hunn. Dës Episod ass en typescht Beispill dofir, datt scho kuerz nom Doud vum Bach glorifizéierend Anekdote gefleegt goufen, déi dacks duerch ongenee Erënnerunge vu Schüler oder senge Jongen ausgeléist goufen. De Bach selwer hat laut dem Carl Philipp Emanuel Bach wéineg fir eng mëndlech oder schrëftlech Weidergab vu sou Anekdoten iwwereg.

Méi wichteg wéi en Zesummentreffe mam Marchand, deem seng Wierker hie geschat huet, ware fir de Bach seng Bezéiungen zum Dresdner Musekdirekter Johann Georg Pisendel (1687-1755). Stilkritesch Vergläicher vun de Solowierker fir Violin vum Bach a vum Pisendel leeën no, datt de Pisendel de Bach zu der Kompositioun vun de 6 Sonaten a Partiten ugereegt huet. Schonn 1709 haten déi zwee eng Zäitchen zesummen zu Weimar verbruecht an zanterhier Kompositiounen ausgetosch. Duerch de Pisendel konnten dem Bach dem Vivaldi seng Kompositioune vermëttelt gi sinn. De Pisendel war nämlech de 27. September 1717 aus Italien zréckkomm, wou hie kuerzzäiteg e Schüler vum Vivaldi war. En Zesummentreffen an e kënschtlereschen Austausch sinn also unzehuelen.

Zanter Dezember 1717 war de Bach Kapellmeeschter zu Köthen. De Bach huet de jonke musikaleschen Herzog Leopold vun Anhalt-Köthen geschat, a stoung him anscheinend och perséinlech ganz no, wat een z. B. doru gesäit, datt souwuel de Leopold wéi och seng Gesëschter August Ludwig an Eleonora Wilhelmine, Pätter a Giedel vum Bach sengem Bouf Leopold August (*15. November 1718) waren. D'Kand ass awer knapps e Joer drop gestuerwen.

De Bach konnt zu Köthen fir eng exzellent Kapell komponéieren. De Fürst Leopold hat bis zu 17 Museker engagéiert, déi zum Deel aus der Kapell vum preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm I. komm sinn, déi 1713 opgeléist gi war. Aacht Instrumentalisten hate Solistequalitéiten an de Rang vum Cammermusicus. Den Herzog huet seng Kapell mat gudden Instrumenter ausstafféiert, an huet de Bach 1719 op Berlin geschéckt, fir en neien Cembalo ze kafen. Do konnt de Bach de Markgrof Christian Ludwig vu Brandenburg kenneléieren. Fir hien huet hien 1721 eeler a méi nei Instrumentalsätz zu de Six Concerts avec plusieurs Instruments zesummegestallt, déi méi spéit Brandenburgische Konzerte genannt goufen (BWV 1046-1051).

Nodeem de Bach 1720 no enger Rees vun zwéi Méint vum Haff vu Karlsbad zréckkomm war, huet hie misse gewuer ginn, datt seng Fra Maria Barbara no kuerzer Krankheet gestuerwen, an de 7. Juli begruewe gi war. Den 3. Dezember 1721 huet hie sech mat der Anna Magdalena bestuet, der Duechter vum fürstlechen Haff- a Feldtrompettist zu Sachsen-Weissenfels Johann Kaspar Wilcke, déi 1720 als Sopranistin un de Köthener Haff komm war.

Och aus dësem Bestietnes gounge vill Kanner eraus, vun deenen déi meescht awer schonn am fréien Alter nees gestuerwe sinn: Christiana Sophia Henrietta (* Fréijoer 1723; † 29. Juni 1726), Gottfried Heinrich (* 26. Februar 1724), Christian Gottlieb (gedeeft 14. Abrëll 1725; † 21. September 1728), Elisabeth Juliana Friederica (gedeeft 5. Abrëll 1726), Ernestus Andreas (* 30. Oktober 1727; † 1. November 1727), Regina Johanna (10. Oktober 1728; † 25. Abrëll 1733), Christiana Benedicta (* 1. Januar 1730; † 4. Januar), Christiana Dorothea (* 18. Mäerz 1731; † 1732), Johann Christoph Friedrich (* 21. Juni 1732), Johann August Abraham (* 5. November 1733; † 6. November 1733), Johann Christian (* 5. September 1735), Johanna Carolina (gedeeft 30. Oktober 1737), Regina Susanna (gedeeft 22. Februar 1742).

Als Bäitrag zu der musikalescher Erzéiung vu senge Kanner hat de Bach den 22. Januar 1720 dClavierbüchlein fir den eelste Jong Wilhelm Friedemann ugefaangenn, an deem ënner anerem déi zweestëmmeg Inventiounen an dräistëmmeg Sinfonien ze fanne waren. D'Clavierbüchlein vor Anna Magdalena Bachin (1722) weist Fréifaassunge vun de Franséische Suiten. Nieft dem Wohltemperierten Klavier an de sechs Violinpartiten a -sonate sinn dat déi autograph Instrumentalkompositiounen déi sécher op d'Köthener Zäit datéiert kënne ginn.

Donieft sinn nach e puer Gebuertsdags- an Neijoerschkantaten iwwerliwwert, mä awer net fir all Feierdag deen a Fro kënnt. Et gëllt als sécher, datt de Bach fir den Haff vill Instrumentalkompositioune geschriwwen huet, déi awer gréisstendeels verschwonne sinn, oder a spéidere Beaarbechtungen als Cembaloconcerten oder Kantatesätz ze fanne sinn.

Am September 1720 gouf d'Organisteplaz zu St. Jakob zu Hamburg fräi, fir déi sech de Bach gemellt hat. Hie gouf och vum Hamburger Rot fir e Proufspill zougelooss, huet awer dann ofgesot, warscheinlech well d'Iwwerhuele vun der Plaz mat enger grousser Kafzomm verbonne war.

Méiglecherweis ass d'Widmung vun de Brandenburgischen Konzerte vum 24. Mäerz 1721 fir de Markgrof Christian Ludwig vu Brandenburg am Zesummenhank mam Bach senger Sich no enger neier Plaz ze gesinn.

Aus onbekannte Grënn huet de Fürst Leopold sech duerno ëmmer méi vum Bach senger Ensembelmusek ofgewand. Vläicht bezitt sech d'berüümte Plaz am Bach sengem Bréif vum 20. Oktober 1730 u säi Jugendfrënd Georg Erdmann op déi Ännerung am Museksgout vum Fürstenhaus, woubäi hien ongerechterweis der Fra vum Fürst d'Haaptschold gëtt: Daselbst [in Köthen] hatte einen gnädigen und Music so wohl liebenden als kennenden Fürsten; bei welchem [ich] auch vermeinte meine Lebenszeit zu beschließen. Es musste sich aber fügen, dass erwehnter Serenissimus sich mit einer Berenburgischen Princeßin vermählete, da es denn das Ansehen gewinnen wollte, als ob die musicalische Inclination [= Neigung] bey besagtem Fürsten in etwas laulicht werden wollte, zumahln da die neüe Fürstin schiene eine amusa zu sein. Dëst gëtt doduerch bestätegt, datt nodeem de Bach gaange war, seng Plaz zu Köthen net méi nobesat gouf.

Nom Doud vum Johann Kuhnau de 5. Juni 1722 gouf zu Leipzig d'Plaz vum Thomaskantor fräi. No engem éischte Proufspill de 14. Juli gouf vun de Bewerber, zu deenen de Johann Friedrich Fasch (Kapellmeeschter um Haff zu Anhalt-Zerbst) an de Christian Rolle (Musekdirekter zu Magdeburg) gezielt hunn, de Georg Philipp Telemann gewielt. Well den Telemann awer wéinst enger Gehaltserhéijung zu Hamburg bliwwen ass, gouf eng zweet Kantoratsprouf aberuff, wou nieft dem Bach de Georg Friedrich Kauffmann aus Merseburg, dee fräiwëlleg zréckgetrueden ass, de Johann Christoph Graupner (Kapellmeeschter zu Darmstadt) an de Balthasar Schott (Organist an der Neuen Kirche zu Leipzig) kandidéiert hunn.

De Bach huet de 7. Februar 1723 als Proufstéck d'Kantaten Jesus nahm zu sich die Zwölfe (BWV 22) an Du wahrer Gott und Davids Sohn (BWV 23) opgefouert. Gewielt gouf de Graupner, deen awer huet missen ofsoen, well den hessesche Landgrof hien net entloosse wollt. Domat gouf de Bach als drëtt Wal Thomaskantor, en Amt, wat e bis zu sengem Doud behalen huet.

Den Titel vum Fürstleche Köthenesche Kapellmeeschter duerft de Bach weider féieren, an hien huet bis zum Doud vum Fürst am Joer 1728 Musek fir d'Festdeeg geliwwert.

Enn Mee 1723 huet de Bach säin Déngscht zu Leipzig opgeholl. Als Kantor a Musekdirekter war hie fir d'Musek an de véier Haaptkierche vun der Stad verantwortlech. Dozou huet och d'Virbereedung vun enger Kantatenopféierung all Sonnden an all Feierdag gezielt. Ausserdeem war hie fir de Museksunterrecht an der Thomasschoul responsabel. D'Internatsschüler ware verflicht, als Chouersänger d'Gottesdéngschter matzegestalten. Säin Deputat als Latäinprofesser, wat mat senger Plaz traditionell verbonne war, huet hie géint Suen un e Schoulmeeschter vun der Schoul iwwerdroen.

Gläich nodeem en ukomm war, huet de Bach ugefaangen, Kantate fir d'Opféierungen ze komponéieren oder z'iwwerschaffen. Bei där systematescher Aarbecht muss an den éischten zwee Joer am Schnëtt ongeféier ee Wierk pro Woch entstane sinn, duerno goung et méi lues virun. Am Ganze sinn zwéi komplett Joergäng iwwerliwwert, den Nekrolog erzielt vun dräi weideren (kuckt Bachkantaten). Am Ganze sollen an där Zäit ongeféier 300 Kantaten entstane sinn.

Fir Chrëschtdag 1723 huet de Bach déi zweet Fassung vum Magnificat an Es-Dur mat de Sätz fir Chrëschtdag (eng éischt Fassung gouf et ouni dës Sätz schonn den 2. Juli 1723) geschriwwen, fir de Karfreideg 1724 säi bis dohi gréisst Wierk d'Johannespassion, a fir Chrëschtdag 1724 e Sanctus. Wuel um Ufank vum Joer 1725 ass de Bach dem Textdichter Christian Friedrich Henrici alias Picander begéint, dee schliisslech den Text fir d'Matthäuspassion geliwwert huet, déi 1727 oder 1729 uropgefouert gouf.

D'Opféierungsbedingungen hate sech an dësen éischte Leipziger Joren am grousse Ganze verschlechtert. De Bach huet sech gezwonge gesinn, dem Rot vun der Stad Leipzig den 23. August 1730 genee senge Virstellunge vun der vokaler an instrumentaler Ausstattung vun enger „wohlbestallten Kirchenmusic“ ze dokumentéieren. Dësen „höchstnöthige Entwurff“ ass haut eng wichteg Source fir d'historesch Opféierungspraxis vu senge Wierker.

De Bach huet sech déi Zäit beméit, den Titel vum Haffkompositeur zu Dresden ze kréien, well hie mat der Pai onzefridde war, den héije Liewenskäschten an der Leipziger Obregkeet, déi dem Bach säi Schafen net a sengem Sënn gefërdert huet, wéi an engem Bréif aus dem Joer 1730 ze liesen ass: „Da aber nun (1) finde, daß dieser Dienst bey weitem nicht so erklecklich als mann mir Ihn beschrieben, (2) viele accidentia dieser station entgangen, (3) ein sehr theurer Orth u. (4) eine wunderliche und der Music wenig ergebene Obrigkeit ist, mithin fast in stetem Verdruß, Neid und Verfollgung leben muß, als werde genöthiget werden mit des Höchsten Beystand meine Fortun anderweitig zu suchen.“.

Dem hunn och déi vill Cembaloconcerte fir bis zu véier Soliste gedéngt, déi zum gréissten Deel als nei Arrangementer vu meeschtens eegene Violin- oder Hautboisconcerten an Instrumentalsätz aus Kantaten, awer och aus frieme Virlagen (z. B. Vivaldi) entstane sinn. Als Soliste stoungen nieft dem Bach selwer seng Bouwen a Schüler zur Verfügung.

A senger gesamter Leipziger Zäit war de Bach e villgesichte Léiermeeschter. Dacks hunn och Schüler a sengem Stot gewunnt. Zil vum Unterrecht war et, Museker auszebilden, déi als Instrumentalisten a Komponisten de villfältegen Aufgabe beim Haff, an der Kierch an am biergerleche Museksliewen, dat grad ugefaangen huet, gewuess waren. Dem Bach säin Unterrecht huet virun allem bei senge Bouwe vill Friichte gedroen.

Fir dësen Unterrecht huet de Bach méi nei awer och méi eeler Kompositioune benotzt. Vill dovun huet hien zesummegefaasst, an als Clavierübung I, II, III und IV verëffentlecht.

Schonn zu Weimar an zu Köthen hat de Bach Huldegungskantate fir d'Fürstenhaiser vu Weimar, Weissenfels a Köthen souwéi Festmuseken a Forum vu Kantate fir verschidden Uläss komponéiert. Zu Leipzig si weider Wierker an deem Genre entstanen, woubäi de Bach jeefeg eeler Virlage verschafft huet. D'Festmuseken an Huldegungskantate waren zum Beispill fir den Ëmkrees vun der Universitéit an der Thomasschoul souwéi fir d'Kurfürste Friedrich August I. an II. vu Sachsen geduecht, déi gläichzäiteg als August II. an III. Kinneke vu Polen waren. Och weider Adeleg a räich Bierger goufe mat musikaleschen Éierunge beduecht.

Déi Kantate goufe meeschtens am Fräien opgefouert, an hunn dofir misse mat Chouer an Instrumentalkapell staark besat sinn. Dat war virun allem méiglech, nodeem de Bach de Collegium musicum iwwerholl hat. Zur Verstäerkung stoungen him d'Museker vun der musicalischen Stadt Compagnie zur Verfügung.

Iwwer d'Opféierung vu sou engem Wierk, nämlech der Kantat „Preise dein Glücke, gesegnetes Sachsen“ (BWV 215) fir dem August III. säi Kréinungsjubiläum de 5. Oktober 1734, gëtt et ëmfangräich Opzeechnungen an der stättescher Chronik. Well d'kinneklech Famill zu Leipzig keng eege Residenz hat, gouf si am biergerlechen Apelesche Stadpalais ënnerbruecht.

Aus der Chronik:

Des Weidere gëtt de Wee vum Zuch bis zu der Logis vum Kinnek beschriwwen. Den Dag drop ass den 1. Trompettist Gottfried Reiche, de Senior vun der Musikalischen Stadt Compagnie gestuerwen, „weil er vorher...wegen des Blasens große Strapazzen gehabt, und auch der Fackel Rauch ihm sehr beschwerlich gewesen.“
 
Och an där Kantat huet de Bach eeler Kantatesätz benotzt. Ee vun de Sätz gouf méi spéit an dMesse in h-Moll opgeholl.

Eng jett vu sengen Huldegungskantaten huet de Bach kuerz nodeem e se geschriwwen hat a geeschtlech Wierker ëmgewandelt. Där Parodieprozedur ass d'Chrëschtdagsoratorium vu 1734/1735 ze verdanken, d'Himmelfahrtsoratorium vu 1735 an d'Ouschteroratorium. Duerch d'Parodéiere vu geeschtleche Kantate sinn déi sougenannt Lutheresch Massen entstanen, souwéi och d'Urfaassung vun der Mass a Si mineur vu 1733 (déi sougenannt Missa), déi nëmmen de Kyrie an de Gloria ëmfaasst huet. Nodeem dëst Wierk beim kurfürstlechen Haff zu Dresden agereecht gouf, krut de Bach den 19. November 1736 endlech d'Noriicht, sech Compositeur bey Dero Hoff-Capelle nennen ze däerfen, allerdéngs net den erhoffte Ruff, vun elo un an der Residenzstad Dresden ze wunnen an ze wierken.

Am Mee 1735 huet de Bach d'Bewerbung vu sengem Jong Johann Gottfried Bernhard fir d'Plaz vum Organist an der Kierch Beatae Mariae Virginis zu Mühlhausen ënnerstëtzt. De Bach huet sech vum 6. bis 20. Juni 1735 zu Mühlhausen opgehalen, wou de Jong säi Proufspill absolvéiert huet. De 16. Juni 1735 gouf de Johann Gottfried Bernhard zum Organist gewielt. Wéi de Bach zu Mühlhausen war, gouf hie gefrot, op hie sech kéint d'Uergel an der Mariëkierch ukucken, déi huet misse reparéiert ginn. Hien huet geroden, den Uergelbauer Zacharias Hildebrandt fir d'Aarbechten ze huelen.

Op der Réckrees huet sech de Bach fir zwéin Deeg zu Weissensee opgehalen, wou hien den 22. Juni 1735 d'Uergel an der Kierch St. Péiter a Paul gepréift huet, déi vum Conrad Wilhelm Schäfer reparéiert gi war.

Ob de Bach direkt nees op Leipzig zréckgefuer ass, oder nach aner Stied besicht huet, ass net bekannt. Seng Presenz zu Leipzig ass eréischt fir Ufank August nees beluecht. Den 3. August gouf d'Namenstagskantate (warscheinlech BWV 207a) fir de Friedrich August II. opgefouert.

An de 1740er Jore schéngt sech de Bach vun Neikompositioune fir d'Kierch an de Collegium musicum zréckgezunn ze hunn.

Am Mee 1747 huet hien op Invitatioun vum Friedrich dem Groussen, an deem senger Haffkapell de Carl Philipp Emanuel Bach ugestallt war, Potsdam a Berlin besicht, an op de Pianoforti an Uergelen improviséiert. Hien huet versprach, en Theema wat de Kinnek géif virginn als Fug auszeféieren, an a Koffer ze stiechen. Aus dësem Versprieche gouf d'Musikalescht Affer, eng Sammlung vun zwou Fugen (dräi- a sechsstëmmig), zéng Kanonen an enger Triosonat, all iwwer dat selwecht Theema.

E weidere kontrapunktesche Wierkzyklus ass d'Kunst der Fuge, eng éischt Kéier fäerdeggestallt 1742, mä deen awer duerno bis 1749 erweidert an iwwerschafft gouf. D'Sammlung vun einfache Fugen, Géigefugen, Spigelfugen, Fuge mat méi Theemaen a Kanone stellt e Kompendium vun den Technike vun der Fugekompositioun duer.

An déi lescht Jore fält och d'Vollendung vun der Mass a Si mineur fir déi de Bach d'Missa vu 1733, de Sanctus vu 1724 an aner eeler Kompositioune benotzt huet.

A senge leschte Joren huet de Bach un enger Aakrankheet gelidden. Och vu motoresche Stéierungen am rietsen Aarm geet riets. Zanter 1749 si guer keng Schrëftstécker méi vun him erhalen. Déi lescht bekannten Ënnerschrëft staamt vum 6. Mee 1749. Seng Fra Anna Magdalena oder säi Jong Johann Christian hu bal all Dokumenter ënnerschriwwen. D'Sehverméigen huet sou staark nogelooss, datt sech de Bach vum schonn deemools ëmstriddenen Okultist John Taylor operéiere gelooss huet, dee vum 4. bis zum 7. Abrëll 1750 zu Leipzig war. Komplikatiounen hunn eng weider Operatioun noutwenneg gemaach. Fir eng kuerz Zäit konnt de Bach nees gesinn, hie krut awer e puer Deeg viru sengem Doud e Schlag. De Bach ass den 28. Juli 1750 gestuerwen.
Am haaptsächlech vum Carl Philipp Emanuel Bach a Johann Friedrich Agricola verfaassten, 1751 fäerdeggestallten a 1754 verëffentlechten Nekrolog heescht et zum Bach senger Krankheet a sengem Doud:

Déi méi nei Bachfuerschung hält et allerdéngs och fir méiglech, datt dem Bach seng Zockerkrankheet d'Ursaach dofir war, datt hien ëmmer manner gesinn huet, an och datt hien e Schlag krut.

Nodeem en zweemol geréckelt gouf, läit säi Graf haut an der Leipzeger Thomaskierch.

Wann een dem Bach sengem Jong Carl Philipp Emanuel Bach gleewe kann, dann huet sech de Bach beim Komponéieren als Autodidakt ugesinn. Et gëtt op allefall keng Prouf fir e Kompositiounsunterrecht. Der Ënnerweisung bei sengem Brudder zu Ohrdruf „mag wohl einen Organisten zum Vorwurf gehabt haben u. weiter nichts“ (C. Ph. E. Bach 1775). Spéider wier dem Bach säin Openthalt beim Buxtehude eng Geleeënheet gewiescht, ënnerriicht ze ginn, mä dëst ass net beluecht. 
Datt de Bach als Autodidakt zu engem bedeitende Komponist ginn ass, war méiglech, well e vu senger Jugend un d'Wierker vun de verschiddenste Komponisten duerchstudéiert huet, an aus hinne geléiert huet. Dëst ass duerch Héieren, Liesen, Ofschreiwen, Transkribéieren, Beschaffen an Nomaache vun der Musek souwéi duerch Iwwerhuele vu kompositoresche Mëttelen, Formen a Gattunge geschitt. Den C. Ph. E. Bach dozou (1775):

Am Bach sengem villfältege Wierk treffe sech Aflëss aus der Musek vu Mëttel-, Nord- a Süddäitschland respektiv Éisträich souwéi Frankräich an Italien. Dobäi ass ze beuechten, datt sech déi regional Traditioune géigesäiteg beaflosst hunn. Sou ginn an den däitschen Traditiounen och italieenesch a franséisch Gattungen a Stilmëttel weiderginn. Dofir ass et bei verschiddene Komponisten net einfach, si enger Gattung zouzeuerdnen.

Kenntnis vum musikaleschen Afloss op de Bach huet een aus verschiddene Quellen:

Mëtteldäitsch Aflëss duerch:

Norddäitsch Aflëss duerch:

Süddäitsch-éisträichesch Aflëss duerch:

Italieenesch Aflëss duerch:

 
Franséisch Aflëss duerch:

Verschidde berüümte Museker, déi de Bach deelweis perséinlech kannt huet, si schwéier zouzeuerdnen. Si hate selwer ënnerschiddlech Musek verschafft an de Bach mat hire Wierker beaflosst, wéi zum Beispill Jan Dismas Zelenka, Johann Mattheson, Georg Philipp Telemann, Reinhard Keiser a Georg Friedrich Händel.

Op de Bach och Ureegunge vu senge Jonge Wilhelm Friedemann a Carl Philipp Emanuel opgeholl huet, ass net sécher, mä unzehuelen. Datt verschidde Kompositioune vun den zwéin eelste Bouwe vum Bach als Wierker vum Papp gëllen an ëmgedréint, léisst dëst awer vermudden.

De Bach konnt sech am Kader vu sengen Ämter an de verschiddene Wierkungsstätten ënner dem Afloss vun de Komponisten, déi uewe genannt goufen, och no an no déi ënnerschiddlechst Gattungen, Kompositiounsstiler a Musizéierweisen uneegnen. Zu dësem Zil huet de Bach och seng Reesen ënnerholl.

Mat Ausnam vun der Oper huet de Bach Wierker a quasi alle musikalesche Gattunge vu senger Zäit komponéiert:

Dem Bach seng Wierker si gréisstendeels funktional gebonnen, beispillsweis als Kantoren- an Organistemusek fir d'Kierch, Instrumentalmusek fir den Haff an d'Biergertum oder Léierwierker fir den Unterrecht. D'Qualitéit vun der Ausféierung iwwersteigt awer an de meeschte Fäll dat Üblecht.
Verschidde Wierker gi méi wäit wéi den tradéierte Formekanon. Dat ass virun allem de Fall bei den Uergel- a Klavéierwierker, déi vum eegenen instrumentale Kënne geprägt sinn, a bei de grousse kontrapunktesche Sammelwierker.

Bei sengen Zäitgenosse war de Bach zu Recht a bedeitenden „Harmonist“, deen d'Méiglechkeete vun de Gammen an hir Eegenschaften duerch de ganze Quintenzirkel ausgeschëpft huet, wéi et virun him nach kee gemaach hat. Kritik krut hie well seng vokal Kierchemusek der Oper immens no stoung a wéinst der Textbehandlung an der instrumentaler Stëmmféierung vun de Solopartien.

Dem Bach seng kierchlech Wierker si geprägt vu senger déiwer protestantesch-lutheranescher Reliéisitéit. Vun him si ronn 250 Kantaten iwwerliwwert, dovun zirka 200 Kierchekantaten. A senge Kantaten a Passiounen huet de Bach heefeg op populär Chorale vum evangelesche Gesangsbuch zréckgegraff. Eng grouss Zuel vu senge Wierker, virun allem aus der fréier Zäit, gëllt als verschollen.

De Bach huet warscheinlech fënnef Passioune geschriwwen. D'Johannes- an d'Matthäuspassioun sinn déi eenzeg erhalen authentesch Passiounen. Et gëtt ugeholl, datt ënner den dräi anere verschwonnene Wierker eng Lukaspassioun an eng Markuspassioun waren. Bei der fënnefter Passioun vermudde Fuerscher datt et eng iwwerschaffte Variant vun der Matthäus-Passioun ass.

Dem Johann Sebastian Bach seng musikalesch Wierker sinn am „Bach-Werke-Verzeichnis“ (BWV) katalogiséiert. E méi neit awer bäi wäitem net sou dacks benotzte Verzeechnes ass d'„Bach-Compendium“ vun de Musekwëssenschafler H.-J. Schulze a Christoph Wolff.

Nieft senger Wierkung als Museker a Komponist hat de Bach och en Afloss op d'Musektheorie, déi méi spéit virun allem an de Schrëfte vum Johann Philipp Kirnberger erfaasst ginn ass. Warscheinlech ugereegt duerch déi verschidden Temperéierunge vum Andreas Werckmeister huet de Bach säi Wohltemperiertes Klavier komponéiert, deem seng Popularitéit méi spéit der wueltemperéierter Stëmmung zum Duerchbroch verhollef huet. Dem Bach goung et doran - wéi et de Kirnberger beschriwwen huet - ënner anerem dorëms, d'Affekter duerzestellen, déi vun der Temperéierung ofhängeg sinn, a si ze léieren.

Donieft gëtt de Bach dacks als Matgrënner vun der Spilltechnik mam Daum als vollwäertege Spillfanger bei den Tasteninstrumenter genannt. Dës Technik huet d'Ausdrocksverméige vun de Kompositioune bis an de virtuose Beräich eran erweidert, awer och en elegant villstëmmegt Legatospill erméiglecht. „Er hatte sich eine eigene Fingerordnung ausgesonnen, daß es ihm nicht schwer fiel, die größten Schwierigkeiten mit der fließensten Leichtigkeit herauszubringen...Man... weiß, daß es dabey hauptsächlich auf den Gebrauch des Daumens ankömmt,... (aus Johann Adam Hiller: Mein Leben)

Ausserdeem huet sech de Bach fir d'Weider- an Neientwécklung vu Musekinstrumenter agesat. Och dat war op eng Erweiderung vun de kompositoresche Mëttel ausgeriicht. D'Viola pomposa ass seng Erfindung. Bei den Tasteninstrumenter interesséieren hie besonnesch klanglech Neientwécklungen. Hien huet sech zum Beispill mat hirer Temperéierung beschäftegt, bei den Uergelen zum Beispill mat hirer Klangdispositioun an de mechanesche Qualitéiten. E Beispill ass dem Bach seng „Disposition der neüen reparatur des Orgelwercks ad D: Blasii“ (Mühlhausen 1708).

De Bach war e geschaten a gutt bezuelten Uergelinspekter, dee kee Blat virun de Mond geholl huet. Dobäi huet en och mam Gottfried Silbermann zesummegeschafft. Hien huet de Bach an der Entwécklung vum Pianoforte gefuerdert a gefërdert, wat am Bach senge spéidere Joren no engem Bericht vu sengem Schüler Johann Friedrich Agricola „von ihm völlige Gutheißung erlangte“.




#Article 38: Kino Empire (220 words)


De Kino Empire war tëscht 1958 an 1978 e Kino zu Esch-Uelzecht an der Groussgaass, deen, mat zäitweis 940 Sëtzplazen, zu senger Zäit dee bei wäitem gréisste Kino am Land war.

Den Ecran war 14,5 × 7,5 Meter grouss. Vun Ufank u war de Sall ageriicht fir déi deemools modernst Projektiouns- an Tounformater, de CinemaScope 35 mm a virun allem de 70mm. Déi 2 Filmprojektere vun der Mark Cinemecchanica konnte sou niewent dem gebräichleche Mono-Liichttoun och 4 Kanal Stereotoun op véier magnéiteschen Tounpisten erëmginn an dat souwuel am 35 mm wéi am 70 mm.

Am Empire ass fir d'éischt de 16. Januar 1958 um hallwer néng e Film gewise ginn. Et war dëst an enger Gala-Virstellung ënner dem Protektorat vun der Gemeng vun der Stad Esch, an de Profit dovu war fir d'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte a fir dat Lëtzebuergescht Rout Kräiz.

Bei där Geleeënheet konnten d'Premièresgäscht dem Stanley Kramer säin The Pride and the Passion mam Cary Grant, Frank Sinatra an der Sophia Loren kucken.

Den Empire huet, wéi de Kino Rex zu Esch, zu de Säll vum François Reckinger gehéiert, deen och Kinoen an der Stad Lëtzebuerg hat, den Eldorado, de Capitole an den Europe.

Den 3. Juli 1978 huet den Empire fir ëmmer seng Dieren zougemaach.

Am fréiere Kinossall goufe Garagen amenagéiert, de Foyer gouf an Appartementswunnengen ëmgebaut.




#Article 39: Edward Sapir (200 words)


Den Edward Sapir, gebuer de 26. Januar 1884 zu Lauenberg a Pommern, dat ass haut Lebork a Polen, a gestuerwen de 4. Februar 1939 zu New Haven, Connecticut, war een US-amerikaneschen Anthropolog a Linguist.

Seng Mammesprooch war Jiddesch, eréischt spéider huet hien Däitsch geléiert. Als Zweetsprooch huet e mat 7 oder 8 Joer Hebräesch geléiert, wéi e mat sengem Papp dat Aalt Testament iwwersat huet. Nom Alter vu 5 Joer hat hie praktesch nëmmen nach Englesch ëm sech.

Fir d'éischt huet en däitsch Philologie op der Columbia University studéiert, dunn huet e gewiesselt an ass bei de Franz Boas Anthropologie léiere gaange mat Spezialiséierung op Linguistik. Vun 1910 bis 1925 huet en den anthropologeschen Deel vun der Canadian Geological Survey geleet. Als Professer fir Anthropologie fanne mir hien an der Universitéit vu Chicago bis 1931 an duerno an der Universitéit vu Yale. 1939 ass de Sapir no e puer Häerzinfarkten am Alter vu 55 Joer gestuerwen.

Eng komplett Bibliographie ass an der Rena Darnell hirer Sapir-Biographie S. 457-473

David. G. Mandelbaum (Erausg.): Edward Sapir. Selected Writings in Language, Culture, and Personality University of California Press, 1949, ISBN 0-520-05594-2

Regna Darnell: Edward Sapir: Linguist, Anthropologist, Humanist, University of California Press, 1990.




#Article 40: Bomis (129 words)


Bomis ass eng Internetfirma déi 1996 gegrënnt gouf. Si gouf ni mat Risiko-Kapital finanzéiert.

Ufanks hu si Reklamme verkaaft op engem grousse Portal, Bomis.com, an ausserdeem hu si erotesch Biller online verkaaft.

Fir den Nupedia-Projet ze starten, huet sech Bomis mam Larry Sanger zesummegedoen, deen dunn d'Iddi fir Wikipedia hat. Bomis huet him déi noutwenneg Infrastruktur zur Verfügung gestallt: Bandbreet, Späicherplaz an den Domän.

Bomis bleift Proprietär vun diversen Deeler vu Wikipedia, déi net Open source sinn, also net aus dem Domaine public stamen. Zu dësen zielt zum Beispill den Numm vum Domän.

Allerdéngs sollten dës Deeler der Wikimedia-Fondatioun zoukommen.

Den Jimbo Wales ass den Haaptaktionär vu Bomis. Seng Partner sinn den Tim Shell an een inaktiven Investisseur. De Larry Sanger huet just mat Nupedia a Wikipedia ze dinn.




#Article 41: Wikimedia (332 words)


D'Wikimedia Foundation Inc. ass d'Organisatioun déi sech ëm Wikipedia, Wiktionary, Wikiquote, Wikibooks,  an  këmmert. Wikimedia ass eng Association sans but lucratif déi ënner d'Gesetz vum Bundesstaat Florida, USA fält. D'offiziell Existenz vun der Fondatioun gouf den 20. Juni 2003 vum Jimbo Wales bekannt ginn, de Cofondateur vu Wikipedia.

D'Fondatioun huet als Zil fir d'Gebuert an de Wuesstum vu Projeten z'ënnerstëtzen, déi fräit Wëssen nom WikiWiki Prinzip vermëttelen. Ausser der aktueller Enzyklopedie Wikipedia existéiert och een Dictionnaire- an Thesaurus-Projet (Wiktionary), eng Enzyklopedie mat Zitater (Wikiquote), an eng Lëscht vu Bicher déi sech haaptsächlech u Studente riicht (Wikibooks), haaptsächlech mat Wierker aus dem Domaine public.

D'Fondatioun geréiert och en Ensembel vun Artikelen a Gedenken un den 11. September. Schlussendlech geréiert d'Fondatioun och den -Projet (wat keng Wiki ass, mä wou de Contenu trotzdeem fräi ass). Am Moment ass dëse Projet allerdéngs e bessen op Äis geluecht.

D'Mataarbechter vu Wikipedia a vun deenen anere Projeten hoffen, datt duerch eng Fondatioun sans but lucratif an duerch noutwännesch  de Projet um Liewe ka gehale ginn.

Beim Bekanntgi vun der Grënnung vun der Fondatioun huet den Jimbo Wales och all Copyright, all Domain Numm un d'Fondatioun iwwerschriwwen. D'informatesch Infrastruktur gouf och vum Jimbo zur Verfügung gestallt.

Am Januar 2004 huet den Jimbo Wales den Tim Shell an de Michael Davis als Membere vum  nominéiert. Am Juni gouf et Wale fir zwéi weider Memberen. Et goufen d'Angela Beesley an d'Florence Devouard , als Representanten vun alle Mataarbechter un de Wikimedia Projeten.

Et gouf schonn eng jett Diskussiounen iwwer d'Responsabilitéite vum Conseil d'Administration a si hunn e  opgestallt.  Methoden no engem egalitäre Prinzip ginn envisagéiert.

Wikimedia Lëtzebuerg ass eng Associatioun, déi de 26. November 2016 gegrënnt gouf an den 1. Februar als Association sans but lucratif am Handelsregëster ënner der Referenz F11166 ageschriwwe gouf. D'A.s.b.l. huet hire Sëtz an der Gemeng Leideleng.

Den Zweck vun der Associatioun ass:

D'Grënnungsmembere sinn d'Benotzer †, , , , , , ,  an .

D'Associatioun ass um Site vun der Agence vum Benevolat referenzéiert.




#Article 42: Seechen (163 words)


Am éischte Sënn vum Wuert ass eng Seechen eppes Geschwates.

An engem méi spezifesche Sënn ass eng Seechen e Sammelbegrëff fir mëndlech iwwerliwwert Erzielungen, an deenen e Fonke Wourecht ass. Dee Moment stellt sech d'Seechen am Wourechtsgehalt iwwer d'Märchen.

Grondsätzlech kann een tëscht Volleksseechen an Epos ënnerscheeden.

Den Inhalt oder d'Motiv vun enger Volleksseeche kënne vun anere Kulturen oder Vëlker iwwerholl sinn (Wanderseechen), mä ginn awer meeschtens mat lokale Spezifizitéite vermëscht.

Bei der epescher Seechen handelt et sech éischter ëm eng archaesch Form vu Geschichtsschreiwung aus Zäite wou sech d'Noriichten nach vu Mond zu Mond verbreet hunn. Iergendwa goufen dës Noriichten dann an enger Konschtform néiergeschriwwen. Dozou gehéiert d'nordesch Saga, d'Artusseechen an d'griichescht Epos.

Eng Seechen ass - anescht wéi e Märchen - enk mat enger Plaz oder engem Datum verbonnen, an tëscht dëser Welt an der nächster gëtt e groussen Ënnerscheed gemaach.

Wann eng Seechen entsteet, vermësche sech dat Objektiivt a Subjektiivt därmoossen, datt eppes Iwwernatierleches de Kär vun der Seeche gëtt.




#Article 43: Griichesch (402 words)


Griichesch ass eng indoeuropäesch Sprooch, déi zur Grupp vun de Kentum-Sproochen an zur hellenescher Branche vun dëser Sproochefamill gehéiert. Griichesch gëtt vun zirka zwielef Millioune Leit als Mammesprooch geschwat, vun deenen zirka 9,9 Milliounen a Griicheland liewen. Déi aner sinn a 35 Länner verdeelt. Op Zypern ass Griichesch, nieft dem Tierkeschen och eng offiziell Sprooch. D'Griichesch ass och eng vun de 24 offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun.

Déi eelst schrëftlech Zeie vun der Sprooch si mykenesch Texter an der Linearschrëft B. Wärend der klassescher Zäit gëtt et schonn eng jett Dialekter, zu de wichtegsten zielen d'Attesch-Ionescht (wat hautdesdaags an de Schoulen als Algriichesch geléiert gëtt), d'Dorescht-Nordwestgriichescht, d'Aeolescht, an d'Arkadesch-Kyprescht.

D'politesch, wirtschaftlech a kulturell Positioun vun Athen am 5. Joerhonnert v. Chr. hunn deen do geschwaten atteschen Dialekt zur iwwerregionaler Allgemengsprooch (Koinè) gi gelooss. Duerch d'Eruewerunge vum Alexander de Groussen am 4. Joerhonnert v. Chr. gouf et zu enger Weltsprooch an Lingua franca. Och am Réimesche Räich blouf Griichesch nieft Latäin eng Amtssprooch. Den Afloss vu Friemsproochen huet ëmmer erëm zu Beméiunge gefouert, d'griichesch Sprooch ze botzen a sech op d'klassescht Attesch ze baséieren. Soueng gebotzte Versioun gouf e puer Joerhonnerte méi spéit zur Amts- a Literatursprooch vum Byzantinesche Räich.

Wärend der Besatzung duerch d'Osmanescht Räich war d'Ënnerriichte vu Griichesch offiziell verbueden. Allerdéngs huet d'Sprooch weidergelieft, am Alldag vun de Griichen, a bei de Paschtéier, déi et trotzdeem heemlech geléiert hunn. D'Sprooch huet sech awer wärend dëser Zäit staark verännert. No der moderner Staatsfondatioun gouf d'Katharevousa (καθαρευουσα = Reng Sprooch) offiziell Sprooch, eng Konschtsprooch, déi awer de Wuertschaz vum Attesche konservéiert hat, mä neigriichesch grammatesch Strukturen hat. Eréischt 1976 gouf d'Vollekssprooch (Dimotiki, gr. δημοτικη) definitiv zur Sprooch vun der Verwaltung an der Wëssenschaft.

Am Laf vun de JoerDausenden huet d'Griichesch Sprooch vill Verännerungen an der Aussprooch matgemaach, d'Orthographie ass awer zum groussen Deel konstant bliwwen. Dëst ass ënner anerem op déi sélleche Botzaktiounen zréckzeféieren. Déi an hellenistescher Zäit agefouert Accente goufen nach bis viru kuerzem benotzt. Duerch en Dekret vum griichesche President vum 29. Abrëll 1982 goufen den accent grave, den accent circonflexe, de Spiritus asper an de Spiritus lenis ofgeschaaft. Am Neigriichesche gëtt et hautdesdaags nëmmen nach den accent aigu, deen déi betounte Silb markéiert.

D'griichesch Sprooch a Schrëft haten e groussen Afloss op Europa: d'laténgescht genee sou wéi d'kyrillescht Alphabet goufen op der Basis vum griicheschen Alphabet entwéckelt, an a villen europäesche Sprooche fënnt een nach d'Wuerzele vu griichesche Wierder.




#Article 44: Film noir (298 words)


De Film noir léisst sech net einfach definéieren.

An der Nummer 61 vun der Zäitschrëft L'Écran Français vum 28. August 1946 op der Säit 8 huet de franséische Filmkritiker Nino Frank iwwer en neie Filmgenre geschriwwen. A sengem Artikel Un Nouveau genre 'policier': l'aventure criminelle ass en op Filmer agaangen, déi am Zweete Weltkrich gedréit goufen, an 1946 nach net an Europa gewise goufen. Hien huet als Éischten den Ausdrock Film noir gebraucht an haaptsächlech un dem John Huston säin The Maltese Falcon mam Humphrey Bogart a Peter Lorre geduecht an un This Gun for Hire aus dem Joer 1942 vum Frank Tuttle mat der Veronica Lake no engem Roman vum Graham Greene.

De Robert Sklar huet et a sengem Movie-made America. A Cultural History of American Moviesmol probéiert:

Et fält op, datt de Begrëff, am Géigesaz zum Grujelfilm oder dem Gangsterfilm spéider erfonnt gouf an dann eréischt op d'Filmer iwwerdroe gouf.

D'Quelle ginn zréck op déi englesch Gothic-Romanen iwwer der Daphne du Maurier hir ongeheier Erzielunge bis op d'Detektivgeschichte vum Dashiell Hammett oder Raymond Chandler, déi bekanntst US-amerikanesch Kriminalschrëftsteller. Den Afloss vun europäesche Filmregisseure wéi Alfred Hitchcock, Anatole Litvak oder Julien Duvivier war ganz kloer. Wann een nach méi wäit hannerzeg geet, kënnt e beim däitschen expressionistesche Film vu virum Krich eraus; wéi de Film Das Kabinett des Doktor Caligari vum Rober Wiene vun 1921.

Zum Film noir gi besonnesch Produktioune gezielt, déi tëscht dem Ufank vun de 40er an Enn vun de 50er an den USA gedréint gi sinn. Déi meescht sinn als sougenannte B-Filmer entstanen.

D'Haaptfigur vum Film noir ass meeschtens en desillusionnéierten Detektiv, en Eenzelgänger. An dee gëtt duerch eng Femme fatale an eng Situatioun bruecht, aus där en net méi erauskënnt. De Film noir spillt an der Reegel bannent Stied, an däischtere Géigenden.




#Article 45: Mythos (283 words)


E Mythos (aus dem aalgr. mýthos) oder eng Mythe ass eng Erzielung vun enger Gëtter-, Schëpfungs-, Vir- oder Fréigeschicht, déi dacks fantastesch Elementer enthält.

De Mythos ass eng bildhaft Weltausleeung a Liewensbedeitung an enger erzielerescher Berichtsform mat Symboler, Visiounen, a fabuléierenden Duerstellungen, déi awer och eng allgemeng Wourecht enthale kann. Dacks gëtt am Mythos d'Wierke vun de Gëtter un d'mënschlech Verhältnesser ugepasst (anthropomorph).

D'Mythe ginn an de Mythologien vun de Vëlker zesummegefaasst.

Als Géigesaz zum Mythos gëtt meeschtens pejorativ de Logos gesat, deen dem rationalen Discours zougänglesch ass.

Mythen waren ëmmer dofir do, d'Welt an d'mënschlecht Wiesen z'erklären. Dëst gëtt besonnesch an de Schëpfungsmythen däitlech.

D'op de Pabeier brénge vun de Mythen ass den Ufank vun der westlecher Literatur, déi ëmmer erëm zentral Motiver vum Mythos opgräift a verformt.
Fir d'europäesch Kultur zielen do besonnesch d'griichesch-réimesch Mythen, déi säit dem Homer an Hesiod literaresch Motiver geliwwert hun, nach bis an d'18. Joerhonnert eran.

Beim Platon an Aristoteles kënnt de Mythos éischter schlecht ewech. Fir si kann de Mythos héchstens nach eng Unnäherung un d'Wourecht sinn.

D'Dichter vun der Romantik hunn erëm op d'griichesch, nordesch, a spéider och indesch Mythen zréckgegraff.

D'Opklärung gesäit de Mythos als naiv, kannereg Stuf zum kloren Denken. De Max Horkheimer an den Theodor W. Adorno stellen um Ufank vum 20. Joerhonnert eng Gefor beim Verloscht vun de Mythe fest.

An der haiteger Fuerschung gëtt de Mythos als rituell Widderhuelung an erzieleresch Veraarbechtung vu mënschlechen Urängscht ugesinn.

Den Nietzsche seet iwwer de Mythos: Dem mythenlosen Menschen der Moderne fehlt die Kraft der Abbreviatur, der Horizontbegrenzung, die der Mythos leistet. Der Mythos ist die Matrix des Weltbildes – er stellt ein Bild von der Welt und umstellt die Welt mit Bildern.




#Article 46: Kim Kirchen (141 words)


De Kim Kirchen, gebuer den 3. Juli 1978 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler. Hien ass de Bouf vum Erny Kirchen.

Seng éischt Course fiert hien 1992 zu Dummeldeng an der Kategorie Cadets.

Vun 1998 bis 2000 ass hien an der italieenescher Amateur-Ekipp De Nardi.

An Italie kënnt hien a Kontakt mat der Ekipp Fassa Bortolo a kritt do e Kontrakt als Profi. An dëser italieenescher Ekipp fiert hie vun 2001 bis 2005. 2006 ass hie bei d'däitsch Ekipp T-Mobile Team gewiesselt, an 2009 fiert hie fir den Team Columbia-HTC.

Zanter der Saison 2010 fiert hie bei der Ekipp Katjuscha. Well e beim Tour de Suisse 2010 e kuerzen Häerzstëllstand hat, konnt en dat Joer net beim Tour de France matfueren.

Nom Enn vu senger professioneller Carrière, aus Gesondheetsgrënn, schafft hien am Sportsministère am Archiv iwwer de Lëtzebuerger Vëlossport.




#Article 47: Jang de Blannen (1843 words)


De Jang de Blannen oder Jean/Johann vu Lëtzebuerg, gebuer den 10. August 1296 um Bock, a gestuerwen de 26. August 1346 an der Schluecht bei Crécy-en-Ponthieu, war Grof vu Lëtzebuerg, vu Chiny, a Kinnek vu Béimen. Den 20. Oktober 1340 huet hien zu Lëtzebuerg d'Schueberfouer agefouert, déi Zäit e grousse Joermaart, deen aacht Deeg gedauert huet.

De Jang war de Jong vum däitsche Keeser Heinrich VII. a war virun allem als Turnéierheld bekannt. Am Joer 1308 krut de Jang vu sengem Papp d'Grofschaft Lëtzebuerg. Well eng béimesch Adelspartei beim Heinrich VII. géint den deemolege béimesche Kinnek Heinrich vu Kärnten intervenéiert ass, huet de Jang den 31. August 1310 um Reichstag vu Speyer vu sengem Papp och nach d'Kinnekräich Béimen kritt, an ass den Dag drop am Doum vu Speyer vum Péiter vun Uespelt mat der Prinzessin Elisabeth vu Béimen bestuet ginn. D'Elisabeth war eng Schwëster vum Wenzel III., dem leschte männlechen Nokomme vum ale béimeschen Herrscherhaus vun de Přemysliden. De Jang war do grad véierzéng Joer al an d'Elisabeth hat der knapps uechtzéng.

Nach am selwechte Joer mécht sech déi jonk Koppel mat Truppen op de Wee, fir den Heinrich vu Kärnten definitiv aus Béimen ze verjoen. Dat war am Ufank awer guer net sou einfach, well weder d'Eruewerung vun der räicher béimescher Stad Kuttenberg (Kutná Hora), nach déi vu Kolín geléngt, zweemol kann den Heinrich vu Kärnten sech nach widdersetzen. Wéi de Jang zu Prag ukoum, wou hien de 7. Februar 1311 vum Äerzbëschof vu Mainz, dem Péiter vun Uespelt am Hradschin gekréint gouf, hat hien nach glat a guer keng Eruewerung opweises. Dat war natierlech net grad dee beschten Optakt fir den neie Kinnek. A senge Walkapitularien huet de Jang dem béimeschen Adel missen zougestoen, datt Ämter just mat Leit aus Béimen an aus Mieren besat däerfte ginn. Dëst huet d'Muecht vum béimeschen Adel gestäerkt an och en éischt béimescht Nationalgefill ervirbruecht. Mä fir de Jang huet d'béimesch Kroun och bedeit, datt hien Uspréch op den Troun vu Polen an op dee vun Ungarn hat, grad wéi déi lescht zwee Přemysliden.

De béimeschen Héichadel huet schliisslech ëmmer méi Muecht gefuerdert. Wéi de Jang op Drock vu senger Fra hin, haart mat der Oppositioun ëmgaangen ass (hien huet de Spriecher vum Adel, den Heinrich vu Lipá, an de Prisong gesat), ass et zum Biergerkrich komm, deen de Jang bal de béimeschen Troun kascht hätt. 1317 hat den Héichadel nämlech net nëmme mat stännegem Krich gedreet, mä och mat der Wiel vun engem Habsburger. Duerch de Fridde vun Domažlice 1318 ass de Biergerkrich endlech op en Enn gaangen: de Jang huet den Héichadel méi staark un der Muecht bedeelegt, de Péiter vun Uespelt zum Generalkapitän iwwer Béimen ernannt an d'Land verlooss. Dem Jang säi Bestietnes huet déi ganz Konflikter allerdéngs net iwwerstanen, d'Elisabeth lieft schlussendlech getrennt vun him a komplett eleng, bis zu hirem Doud 1330.

Vun 1318 u war de Jang praktesch guer net méi a Béimen ze gesinn, soudatt seng Muecht sech ni méi richteg entfaalt huet. Hien huet vill léiwer op der europäescher Bün gespillt, militäresch grad sou wéi diplomatesch, an, an där Zäit net z'ënnerschätzen, duerch realpolitesch geschéckt arrangéiert Hochzäiten.

Zanter 1323 hat de Jang de Blanne probéiert, säin Usproch op d'polnesch Kroun duerchzesetzen.
Sou huet hien z. B. an de Konflikt tëscht dem Däitschen Uerden an dem polnesche Kinnek Wladyslaw un der Säit vum Uerden agegraff. An dee Kontext muss och dem Jang säi Kräizzuch a Litauen gestallt ginn. De Jang hat der Kierch effektiv e Kräizzuch versprach. Allerdéngs weder an d'Hellegt Land nach a Spuenien mä a Litauen sollt dësen hie féieren, zesumme mam Däitschen Uerden. Ee Kräizzuch hat schonn e besonnesche Wäert an där Zäit. Dat war en Zuch géint d'Heeden, bei deem sech all d'Natioune getraff hunn - ausser de Polen, déi, wéi gesot, dem Däitschen Uerde géintiwwer feindlech agestallt waren. Dat koum dem Jang natierlech ganz geleeën. Hien huet dem Ritteruerde seng polnesch Kinneksuspréch verléint a wollt dofir d'Confirmatioun fir seng Uspréch.

Gewëssen Erfolleger hat de Jang och a Schlesien, wou tëscht 1327 an 1335 e puer Herzogen dem Jang d'Trei geschwuer hunn.

De Philipp an de Jang waren zesummen opgewuess, an de Jang huet séier probéiert, de Kontakt erëm opliewen ze loossen. Dofir schéckt hien och e grousse Kontingent vun Truppe fir de Fransousen ze hëllefen.

Dee Plang war allerdéngs schappeg, am Géigesaz zum Kontrakt deen hien zu deem Zweck mam Ludwig ofgeschloss hat. Hie wollt de béimesche Kinneksjong Johann Heinrich mat der Ierwin vu Kärnten, der Margaretha, bestueden. Déi Hochzäit gouf et awer ni.

De Jang huet sech also op de Wee vun Innsbruck op Trient gemaach, ëmmer ënner den Ae vum mësstrauesche Keeser. Als Grond fir seng Rees hat hien uginn, d'Graf vu sengen Elteren ze besichen. Mä kuerz drop koume Leit vu Brescia bei hien, an hunn hien ëm Hëllef gefrot, fir si virum Mastino della Scala vu Verona ze beschützen. Et ass wuel d'Ironie vun der Geschicht datt grad déi Stad, déi sech sengem Papp op Doud an der Däiwel widdersat hat, elo dem Jong d'Dire grouss opmécht. Den Della Scala gouf geschloen a bannent dräi Méint hu sech all wichteg Stied vun der Lombardei ënner dem Jang seng Schutzherrschaft gestallt. Dësen neigewonnenen Territoire huet elo natierlech misse géint d'Fransousen, de Robert d'Anjou an de Poopst verdeedegt ginn.

Op Ouschteren 1331 stoung dem Jang säi Jong an Nofollger Karel u senger Säit. Elo war d'Lëtzebuerger Politik ëm e wichtegt Element méi räich. Deen huet séier geléiert, säi Papp ze verbesseren, a selbststänneg ze handelen. Ouni sech mat sengem Papp ofzeschwätzen huet hien, mat nëmme siwwenzéng Joer, eegemächteg de Krich géint Florenz kommandéiert. Och hie gouf vu sengem Papp no politeschem Interessi bestuet, nämlech mat der Schwëster vum franséische Kinnek. De Jang selwer bestit sech dräi Joer méi spéit och mat enger Franséisin, mat der Béatrice vu Bourbon.

De Ludwig, vum Jang bedupst, huet an der Tëschenzäit net nëmmen Dreeungen ausgeschwat, mä se och wouer gemaach. Déi Feldzich hunn allerdéngs nëmmen zu enger Festegung vun der franséisch-lëtzebuergescher Koalitioun gefouert. Am Géigesaz dozou konnt d'Muecht zu Florenz net laang gehale ginn. No de Succèse koumen an Italien d'Néierlagen. De Versuch de Limburg zréck z'erueweren, deen d'Famill 1288 verluer hat, war e weideren Echec. Duerch dem Ludwig seng Politik huet de Jang och Kärnten verluer.

Ee Joer méi spéit hëlt sech den däitsche Keeser Tiroul vun de Lëtzebuerger. Seng Muecht a Schlesien konnt de Jang dogéint awer festegen.

De Jang stierft de 26. August 1346 an der Schluecht vu Crécy. Hie soll komplett blann an d'Schluecht geridde sinn, zwéi Ritter hätte säi Päerd u Kette geféiert. Der So no ass no sengem Doud e Schwaarze Ritter un hien erugetratt an huet säi Zimier, deen ënner anerem aus zwéi grousse Flilleke bestanen huet, opgehuewen. Dee Ritter wier keen anere gewiescht wéi de Prince of Wales Edward of Woodstock, deen aus Respekt virun dem virbildleche Ritter Jang gesot hätt: There lies the Prince of Chivalry, but he does not die (Do läit de Fürst vun der Ritterlechkeet, mä hie stierft net) an och dem Jang säi Motto Ich Dien an Zimier, a Form vun dräi wäisse Strausseplommen, zum Symbol (badge) vum Prince of Wales gemaach hätt. Der haiteger historescher Opfaassung no koumen déi zwéi sech awer ni méi no wéi op e puer honnert Meter.

Dem Jang säi Bouf Karel huet sengem Papp e monumentaalt Graf an der Abtei Almënster baue gelooss. Ier d'Abtei 1543 schwéier beschiedegt gouf hat den Abt Johannes Harder dem Jang dem Blanne seng Iwwerreschter an d'Franziskanerkierch um Knuedler a Sécherheet brénge gelooss. Den Abt Bertels huet se 1592 nees an de Gronn zréckgeholl. 1618 koume se an d'Abtei Neimënster, wou e Marbersgraf mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Äerzherzog Albert gebaut gouf. Virun engem Brand gerett si se an eng drëtt Lued komm, déi den Numm Hellegt Graf krut (haut steet déi Lued an der Krypta vun der Kathedral). Wéi d'Neimënsterabtei 1796 vun de franséische Revolutionäre säkulariséiert gouf, huet de Bäcker Adam Bastien dem Jang de Blanne seng Schanken an enger Grott hanner sengem Haus - op Nummer 16 vun der Mënstergaass - verstoppt. Viru sengem Doud huet en dëst Geheechnes dem Buergermeeschter uvertraut, dee se du bei säi Schwéierpapp, de Parzeläinsfabrikant Jean-Baptiste Boch brénge gelooss huet. Deem säi Bouf huet se op Mettlach bruecht. De preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm IV. huet 1838 eng Grafkapell zu Kastel-Staadt un der Saar baue gelooss. De Jang de Blanne gouf de 26. August 1946 an der Serriger Klaus exhuméiert a mat enger Militäreskorte bis op Réimech bruecht. Do gouf e vu villen Notabelen an enger Hellewull Leit erwaart, a vun Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi bis op eng Lafette gedroen, mat där en an d'Stad zréckgefouert gouf, an do an der Krypta vun der Kathedral seng lescht Plaz krut. D'Trierische Volkszeitung hat den 30. August 1946 iwwer deen Transfert en Artikel bruecht mat der Iwwerschrëft: Ein Grabmal bei den Seinen, wohl eines Ritters wert. En Artikel gouf et och am Luxemburger Wort de 26. August 1946.

De Jean Froissart a senge Chroniques:

De Jang de Blannen ass den eelste Jong vum Heinrich VII. a senger Fra, der Marguerite vu Brabant.

De Jang de Blanne bestit 1310 d'Elisabeth (1292-1330), Duechter vum Wenzel II. vu Béimen a Schwëster vum Wenzel III. vu Béimen. Mat hir hat hien e puer Kanner:

De Jang de Blanne bestit 1334 d'Béatrice vu Bourbon (1318-1383), Duechter vum franséischen Herzog Louis I. vu Bourbon. Mat hir hat hien ee Fils:

Zousätzlech zu sengem Graf an der Krypta vun der Kathedral, gëtt et zu Lëtzebuerg Mënzen, Medailen, Timberen, Stroosseschëlter, Vitrailen, Fassadendekoren etc., déi un de Jang de Blannen erënneren.

Op dem Réck vun de Sëlwermënze vun 20, 50 an 100 Frang, déi 1946 zu Lëtzebuerg erauskomm sinn, ass de Jang de Blannen als Ritter, dee sech op sengem Päerd an d'Schluecht stierzt, duergestallt. De Jang de Blannen a seng Fra, d'Elisabeth vu Béimen, sinn um Réck vun der 700-Cents-Sëlwermënz, déi d'Lëtzebuerger Zentralbank den 1. September 2010 an Erënnerung un de 700. Anniversaire vum Bestietnes vun deenen zwéin erausginn huet.

D'Lëtzebuerger Post huet dem Jang de Blannen am Laf vun der Zäit e puermol Timbere gewidmet: zwou Serië Caritas-Timberen (1934, 1946), een Timber an der Serie Histoire du Luxembourg (1989), een Timber fir de 700. Gebuertsdag vum Jang de Blannen an de 650. Anniversaire vun der Schluecht vu Crécy (1996), een Timber fir de 700. Anniversaire vun der Ascensioun op de Kinnekstroun vu Béimen, mat engem Portrait vum Jang de Blannen an der Elisabeth vu Béimen.

Eng Rue Jean l'Aveugle gëtt et zu Bieles, Dikrech (zanter 1931), zu Esch-Uelzecht (nom Zweete Weltkrich) an an der Stad Lëtzebuerg (zanter 1889).

Am Stater Park, net wäit vun der Adames-Strooss ewech, steet eng Gedenkplack un de Jang de Blannen, déi him als Merci vun de Forainen opgestallt gouf. Eng aner Plack hänkt um Bock.

Am dräideelege Fantasy-Comic De leschte Ritter (2005, 2007, 2009) thematiséieren de lëtzebuergeschen Texter Lucien Czuga an de Zeechner Andy Genen de Retour vum Jang de Blannen no sengem Doud 1346 zu Crécy am Lëtzebuerg vun haut. De Projet gouf vum Lëtzebuerger Kulturministère ënnerstëtzt.




#Article 48: Griichesch Mythologie (390 words)


DGriichesch Mythologie ëmfaasst d'Geschicht vun de Gëtter an Helden (Heros) vum antike Griicheland.

DRelioun vun den ale Griichen ass aus de Relioune vun den agewanderte Griichen an der virgriichescher Bevëlkerung a Klengasien a Griicheland entstanen.

Wat par Rapport zu de grousse monotheistesche Reliounen opfält, ass datt kloer Geboter feelen, obschonn d'Gëttin Nemesis an d'Erinnyen Verbrieche géint d'Natur an de Mammemuerd bestrofen. Et kann een (an der Antiquitéit zanter dem Xenophanes) vun engem Anthropomorphismus - enger Vermënschlechung vun de Gëtter - schwätzen. D'Gëtter sinn de Mënsche virun allem mat hire Schwächte méi änlech, wéi de Gott bei de Judden, Chrëschten oder Moslems.

An hirem Kär war d'Relioun polytheistesch, mat verschiddene Gëttergeschlechter (zum Beispill d'Titanen), enger grousser Zuel vun Naturdämonen, lokalen an Hallefgëtter. Et gouf kee Paschtouerstand, mä d'Paschtéier goufen einfach verschiddenen Hellegtümer zougedeelt. Dozou kommen och nach d'Wahrsager.

Zu den eelste Quellen zielen dem Homer seng Ilias an Odyssee an dem Hesiod seng Theogonie. Den Homer an den Hesiod hunn Uerdnung an d'Gëtterwelt bruecht. Aus de lokale Kulte gouf ee funktional differenzéierte Gëtterkosmos. Am hellenisteschen Zäitalter koumen nach orientalesch Aflëss dobäi.

Dës Mythologie gouf vun de Réimer deelweis iwwerholl (liest heizou och den Artikel iwwer Réimesch Mythologie). Si huet trotz der Christianiséierung iwwer JoerDausenden iwwerlieft. D'Personnagen aus der griichescher Mythologie hunn ëmmer erëm Virlage fir nei Wierker bruecht, an der Molerei, der Oper oder am Theater.

Mythos (vum gr. mýthos) bedeit eigentlech Ried oder Iwwerliwwerung. Spéider gouf dem Wuert d'Onwahrscheinlechkeet bäigefügt. Schonn d'antik Auteuren hunn d'Geschichte verännert, a sou kënnt et dacks vir, datt ee fir ee Personnage zwou bis dräi Versioune vu senger Geschicht huet. Dëst kënnt och dovun datt déi al Griichen zwar ee méi oder wéineger gemeinsame Pantheon haten, mä glaichzaiteg speziell lokal Gebräicher, souwéi hire speziellen Haaptgott haten. Et kéint ee bal vun deene griichesche Reliounen, amplaz vun engem eenzege Glawen, schwätzen. Datt d'griichesch Gëtter an Helde sou vill Facetten hunn, kënnt  och dovun datt et eeben dacks op zéng verschidde Plazen och zéng verschidde Geschichten iwwer se gouf. Deen nämmlechte Gott, oder zumindest deen nämmlechten Numm, konnt vläicht op verschidde Plazen als Haaptgott veréiert ginn, mä dat heescht nach laang net datt en onbedéngt déi nämmlecht Funktioun(en) hat. Et konnt souguer virkommen datt ee Gott op eng verschidden Aart a Weis duergestalt gouf.

Chariten () · Moiren ()

Mënschen, Hallefgëtter, Heroen

Monsteren, Déieren, an aner Grujelwiesen




#Article 49: Hesiod (312 words)


Den Hesiod, Hêsiodos op griichesch, gebuer ëm 700 v. Chr., war e griichesche Poet deen als Bauer an Hiert a Böotien gelieft huet.

Verschiddene Quellen no ass den Hesiod a Böotien gebuer. Säi Papp war e Bauer vu Kyme a Klengasien.

Den Hesiod huet sech anscheinend e Stéck Land net wäit vun Ascra ewech kaaft, sech bestuet a war Papp vun zwéi Bouwen.

Seng ganz Jugend war markéiert vum haarde Bauereliewen vu senger Zäit. Nom Doud vu sengem Papp koum et zu engem Sträit ëm d'Ierwschaft mat sengem Brudder Persès, an zu engem Prozess, deen den Hesiod verluer huet. Mä den Hesiod hat awer mat sengem klenge Stéck Land méi Chance a gouf méi räich.

Fir sengem Brudder bei der Gestioun ze hëllefen an him de richtege Wee ze weisen, huet den Hesiod d'Gedicht Wierker an Deeg geschriwwen (Werke und Tage, Les Travaux et les Jours). Dëst Wierk ass an de Kontext mat der Agrarkris ze setzen an dem Ufank vun der griichescher Kolonisatioun op der Sich no méi Land.

Den Hesiod zielt eis, datt wéi e Paschtouer um Helikon war, hätt hien d'Muse begéint, déi him virgeworf hunn, hie wir liddereg. Doropshin huet hien decidéiert, sech komplett dem Kult vun de Musen ze widmen, an hie gewënnt e Concours an der Poesie. Der Legend no soll un dësem Concours och den Homer deelgeholl hun, mä den Hesiod zielt eis dovun näischt.

Dat eenzegt dat mir wierklech iwwer den Hesiod wëssen, ass wat hien eis iwwer sech erzielt. Mir wësse Bescheed iwwer d'Landwirtschaft um Helikon, säi Gewënn vum Poesie-Concours, de Sträit mat sengem Brudder an d'Gebuert vu senge Jongen. Zimmlech sécher ass, datt hien ermuert gouf. De Rescht si Spekulatiounen vun aneren anticken Auteuren, a sou fënnt een heefeg verschidde Versiounen.

Den Hesiod huet aner Poeten inspiréiert, dorënner de Virgil.

Den Hesiod ass haaptsächlech bekannt duerch seng Theogonie a Wierker an Deeg.




#Article 50: Literatur (241 words)


Literatur (lat. litterae - Buschtaweschrëft) bezeechent d'Totalitéit vu schrëftlech oder mëndlech iwwerliwwerten Texter.

D'Literatur, an d'Schrëft am Allgemengen, ass eng vun de gréissten Erfindunge vun der Mënschheet. Si stäerkt ënner anerem eis Fäegkeet ëm aner Leit ze kräischen, déi net mir selwer sinn, oder eppes mat eis ze dinn hunn (Susan Sontag) an eis Saachen ze verbildlechen, vun deene mir duerch Raum an Zäit getrennt sinn. Mat der wëssenschaftlecher Erfuerschung vun der Literatur befaasst sech d'Literaturwëssenschaft.

Mat der Literatur a Raum an Zäit befaasst sech d'Literaturgeschicht. Déi éischt literar-geschichtlech Wierker hu virun allem doraus bestanen, Schrëftsteller an hir Wierker chronologesch festzehalen. E fréit Beispill dofir ass dem J.F. Reimann säi Versuch einer Einleitung in die historiam literarum sowohl insgemein als auch in die historiam literariam der Teutschen insonderheit (Halle, 1708-1721).

Zanter der Bléi vun de geschichtleche Wëssenschaften am 19. Joerhonnert koumen d'Leit zur Erkenntnes, datt eng richteg Literaturgeschicht virun allem d'geeschtegt Liewen, seng Entwécklung an d'Bedingungen ënnersiche soll (zum Beispill beim G.G. Gervinus, Geschichte der deutschen Dichtung, Leipzig, 1835-1842).

Gratis-Literatur kann een am Internet eroflueden. Dëst funktionéiert änlech wéi beim GFDL-Prinzip. Vum Aesop bis zum Zola kann een Dausende vu Gedichter, Romaner, Novellen, Fabelen an aner literaresch Wierker liesen. De  befaasst sech intensiv mat der Aufgab, international Literatur gratis am Internet zur Verfügung ze stellen.

 

Déi jeeweileg Form gëtt dobäi nach eng Kéier an zwou Kategorien ënnerdeelt:

sou datt een all literaresch Form entweder a Vers oder a Prosa schreiwe kann.




#Article 51: Krazy Kat (246 words)


Krazy Kat ass e Comics-Strip vum George Herriman.

Wann een dem Maurice Horn a senger The World Encyclopedia of Comics gleewe kann, dann ass de Krazy Kat universally acclaimed as the greatest comic strip.

An dem Herriman sengem Comic-Strip Dingbat Family ass 1910 schonn eng Kaz an e Bulldog mat dobäi. E bësse méi spéit koum nach eng Maus mat bäi. Mä eréischt am Oktober 1913 kruten déi dräi Figuren en eegene Comic an dem William Randolph Hearst sengem NewYork Journal. Well den Hearst e begeeschterte Frënd vu Comics war, huet hie mat der Zäit dofir gesuergt, datt den Herriman méi Plaz an den Zeitunge krut.

An der Wüst vun Arizona, dem Coconino County.

Et geet em d'Léift. Et ass eng Dräiecksgeschicht. D'Krazy Kat, eng naiv, onschëlleg Kaz ass verléift an eng egoistesch, béis Maus, den Ignatz, dee keng Geleegenheet ausléist fir der Kaz eng Zill un de Kapp ze geheien. Awer dat mécht der Kaz guer näischt aus; am Géigendeel, si freet sech gewëssermoossen op déi Beweiser vu Léift. Dat stéiert de Polizist awer ganz staark, well hien ass onheelbar an d'Kaz verknallt.

Jore virum James Joyce sengem Finnegans Wake huet den Herriman op eng surreal Manéier mat der Sprooch gespillt. Vun der viktorianescher Sprooch bis zum Stroosseslang, vum Engleschen op Indianer-Dialekter, vum Spueneschen op d'Franséischt, an dat Alles an engem eenzegen Dialog. Dat erënnert natierlech un dem Walt Kelly säi Pogo.

A wéi sot d'Krazy Kat: It’s wot’s behind me that I am ..




#Article 52: Theseus (258 words)


Den Theseus (Θησευς) ass ee vun de berüümtesten Helden aus der griichescher Mythologie.

Den Theseus war den Held vun Athen an e legendäre Kinnek vun der Stad. Verschiddene Quellen no ass hien de Jong, entweder vum Poseidon oder vum Kinnek vun Athen Aigaios an der Aithra.

Ee Mythos vum Theseus senger Gebuert erzielt, datt den Aigaios no zwee Bestietnesser ouni Kanner d'Orakel vun Delphi ëm Rot gefrot huet. Dem Orakel seng (wéi sou dacks onverständlech) Äntwert war Du duerfs de Wäischlauch net opmaachen, bis du zu Athen bass. Den Aigaios huet de Sproch vum Orakel net verstanen, an huet sech op de Wee op Troizen bei de Kinnek Pittheas gemaach. Dee war fir seng Weisheet berüümt. De Pittheas huet dann och d'Orakel verstanen, mä hie wollt datt seng Duechter d'Kand op d'Welt brénge soll. Dofir huet hien dofir gesuergt, datt den Aigaios no engem gudden Iesse mat vill Wäin eng Nuecht mat senger Duechter Aithra verbréngt. Wéi den Aigaios Moies nees erwächt, léisst hie seng Sandalen an säi Schwäert beim Meedchen, an huet e grousse Fiels doriwwergerullt. Als Erklärung sot hien, wann d'Aithra e Jong géif kréien, dee staark genuch wie fir de Fiels ewechzeréckelen, da soll en d'Sandalen undoen a sengem Papp säi Schwäert droen, an da soll hatt de Bouf op Athen schécken, wou hien e géif erkennen. 
De Bouf sollt säi Papp allerdéngs heemlech sichen, ouni datt d'Pallantiden eppes géife matkréien an hien ëmbrénge géifen. D'Pallantide waren d'Cousinne vum Theseus, déi woussten, datt den Aigaios kee Jong hätt, a selwer op den Troun klamme wollten.




#Article 53: Ramayana (603 words)


D'Ramayana, op Sanskrit रामायण rāmāyaṇa, ass en alindeschen Epos, geschriwwe vum Valmiki.

Et ass mat dem Mahabharata dee wichtegsten Text vun der Sanskrit-Literatur.

D'Wierk besteet aus siwe Bicher:

Zu Ayodhya herrscht de Kinnek Dasaratha. Obwuel hien dräi Fraen hat, huet hien dorënner gelidden, datt e keng Kanner hat. Dofir huet hien e grousst Päerdsaffer organiséiert. Dofir versammele sech d'Gëtter an souguer de Vischnu, de Meeschter vun der Welt ass mat dobäi. Hie versprécht hinnen alles, wat si hie gefrot hunn: Sech ze véierdeelen a sech z'inkarnéieren an dem Kinnek seng Fraen, an de béise Ravana doutzemaachen. Da veschwënnt de Vischnu an e prächtegt Wiesen, rout ugedoen, immens staark, mat engem roude Mond an enger Stëmm wéi eng deck Tromm spréngt aus dem Afferfeier, e Baart wéi de Pelz vun engem Léiw, g'Gréisst vun engem Bierg. An der Hand hat dat gëttlecht Wiesen eng gëlle Schossel mat engem Deckel aus Sëlwer, an an der Schossel war Räis mat gëttlecher Mëllech. Déi huet de Kinnek da senge Fraen z'iesse ginn, déi alleguer schwanger gi sinn. D'Kinnigin Kaushalya gëtt d'Mamm vum Rama, der Kaikeyi hire Jong ass de Bharatha, an d'Sumitra kritt der zwéin, de Laksmana an de Schatrugna.

De Rama an de Laksmana wuessen zusummen op. Wéi se erwuesse waren, si se weidergereest bei de Floss Ganges. Do wollte se trainéiere fir spéider dem Ravana seng béis Geeschter doutzemaachen. Duerno kommen déi zwéi Bridder bei de Kinnek vu Videha, dem Janaka. Deem säin Adoptivmeedchen ass bereet, sech mat deem ze bestueden, deen et fäerdegbréngt, e risege Bou ze spanen. Et ass de Rama, deen de Bou spaant bis datt e brécht. Dofir kritt hien d'Sita als Fra.

Dat war zu der Zäit, wéi de béise Geeschterchef Ravana am Gaang war géint d'Gëtter ze krichen. Déi hunn de Vischnu gefrot, fir hinnen ze hëllefen. Doropshi kënnt de Vischnu als Jong vum Kinnek Dasaratha a senger Fra Kausalya op d'Welt.

No enger Zäitche spiert den Dasaratha, datt en al ginn ass an hien decidéiert fir zugonschte vu sengem eelste Jong Rama ofzedanken, a sech an de Bësch ze verzéien. Astrologe beroden a leeën de Kréinungsdag fest. Awer kuerz virun deene Feierlechkeete gëtt de Rama Affer vun enger Intrig. Eng gebockelegt Déngerin bréngt eng vum Kinnek sengen anere Fraen, d'Kaikeyi dozou fir bei de Kinnek ze goen an deen un déi zwee Verspriechen z'errënneren, déi deen hir gemaach hat, wéi se him viru laanger Zäit d'Liewe gerett hat. Si kritt dann hir Wënsch erfëllt: Hiren eegene Jong, de Bharata soll Kinnek ginn an de Rama soll fir 14 Joer verbannt ginn. Dem ale Kinnek gefält dat net, mä hie kann net hanner seng Wierder goen. De Rama geet mat senger Fra Sita a mat sengem Brudder Laksmana fort. Kuerz drop stierft de Kinnek vun Häerzeleed. Awer de Bharata ass e gudde Kärel, hie wëll guer net op den Troun, mä hie mécht sech op d'Sich nom Rama. Hie fënnt en, a schléit em vir, heem ze kommen an den Troun z'iwwerhuelen. De Rama hält awer drop, fir déi 14 Joer net heem ze kommen.

Hei huet de Rama munnech Aventuren ze bestoen, wéi z. B. e Kampf mam Ris Viradha. Da fale se der Schwëster vum Ravana, der Surpanakhaan, an d'Gräpp. Déi verléift sech an de Rama a hätt hie gär fir sech, mä dee schléit vir, si soll sech un de Laksmana halen, well dee wier net bestuet. Wéi deen och näischt vun hir wësse wëll, an déi Ongemelléch och nach d'Sita friesse well, heet de Laksmana hir d'Oueren an d'Nues erof. D'Risin bréngt sech bei hire Brudder a Sécherheet, deen de Rama mat enger Geeschterarméi ugräift. 
 




#Article 54: Michèle Morgan (108 words)


DMichèle Morgan  gebuer als Simone Roussel den 29. Februar 1920 zu Neuilly-sur-Seine, a gestuerwen den 20. Dezember 2016, war eng franséisch Schauspillerin.
 
Hir Aen hunn d'Zuschauer bezaubert, soudatt de Jacques Prévert gesot huet, hire Blëck géif fir ëmmer an der Mythologie vum Kino agravéiert bleiwen.

Hir Memoirë goufen 1977 ënner dem Titel Avec ces yeux-là, publizéiert.

Si ass 1942 mam Bill Marshall bestuet ginn. No der Scheedung huet si sech mam Schauspiller Henri Vidal bestuet. Nom Henri Vidal sengem Doud war si mam Regisseur a Schauspiller Gérard Oury zesummen, deen 2007 gestuerwen ass.

Nom Film Benjamin ou Les mémoires d'un puceau huet si sech besonnesch mat Molerei ofginn.




#Article 55: Marina Vlady (227 words)


DMarina Vlady, gebuer den 10. Mee 1938 zu Clichy als Catherine Marina de Poliakoff-Baïdaroff (Марина Полякова-Байдарова), ass eng franséisch Filmschauspillerin.

Hir Eltere waren den Operesänger Wladimir de Poliakoff an d'Dänzerin Militza Enwald, déi no der Oktoberrevolutioun 1917 vu Russland a Frankräich emigréiert sinn. D'Marina Vlady hat nach dräi Schwësteren, déi och alleguer Schauspillerinne waren: d'Odile Versois, d'Hélène Vallier an d'Olga Baïdar-Poliakoff.

Schonn als Kand ass d'Marina am Ballet vun der Paräisser Oper opgetratt. An den 1950er Jore war si an italieeneschen, franséischen an däitsche Filmer als séduisanten Teenager ze gesinn. Mam Film La Sorcière vun 1956 huet si hire groussen Duerchbroch gefeiert. Am Ganzen huet si iwwer siechzeg Filmer gedréint an en etlech Präisser fir hir Film- a Fernseesrolle gewonnen: De Prix Suzanne Bianchetti (1954), d'Meilleure interprétation féminine (Belsch 1960) fir La Princesse de Clèves an de Prix de l'interprétation féminine um Canner Filmfestival (1963) fir Le Lit conjugal. Schliisslech krut si och nach d'Croix d'Officier des Arts et des Lettres.

Si war bestuet mam Schauspiller a Regisseur Robert Hossein vun 1955 bis 1959, mam Geschäftsmann Jean-Claude Brouillet vun 1963 bis 1966, mam populäre sowjetesche Schauspiller a Sänger Wladimir Wyssozki vun 1969 bis zu sengem Doud 1980 a mam Kriibsfuerscher Dr. Léon Schwartzenberg vun 1980 bis zu sengem Doud 2003.

Mam Robert Hossein huet si zwee Kanner (Igor a Pierre) a mam Jean-Claude Brouillet ee Bouf (Vladimir).




#Article 56: Thomas Nipperdey (117 words)


Den Thomas Nipperdey gebuer de 27. Oktober 1927 zu Köln, a gestuerwen de 14. Juni 1992 zu München, war en däitschen Historiker.

Hien huet zu Köln, Göttingen a Cambridge Philosophie a Geschicht studéiert. 1953 krut hien den Dr. phil.. 1961 gouf hien habilitéiert mat senger Aarbecht Die Organisation der deutschen Parteien vor 1918. 1963 huet hien ugefaange Geschicht ze ginn, op der Héichschoul zu Karlsruhe, duerno op der Georg-August-Universität Göttingen a spéider op der University of Cambridge. 1967 ass hien op d'Freie Universität Berlin gaangen a war do Professer fir Neuere Geschichte. Schliesslech war en nach bis zu sengem Doud Professer fir nei Geschicht zu München.

Säi Wierk Deutsche Geschichte 1800 - 1918 gëllt ass e Standardwierk.




#Article 57: Appianus (238 words)


De réimeschen Historiker Appianus koum vun Alexandria an Egypten an huet am 2. Joerhonnert no Christus gelieft. Genee Datumer zu sengem Liewen sinn eis net bekannt, mä et gëtt ugeholl datt hie spéitstens zur Zäit vum réimesche Keeser Trajan op d'Welt koum.

Den Appianus huet zur réimescher Uewerschicht gehéiert. Hien hat d'réimescht Biergerrecht a war e Procurator Augusti.

Am Alter huet den Appianus säi Geschichtswierk Rhomaika (Réimesch Geschicht) a 24 Bänn op Griichesch geschriwwen. Dëst gëtt op d'Mëtt vum 2. Joerhonnert datéiert. D'Wierk handelt vun de réimesche Kricher vum Ufank u bis zum Enn vun der Republik. Dat besonnescht u sengem Wierk ass, datt d'Kricher geographesch zortéiert sinn, e System un deem sech de Prokop inspiréiert huet. Vu sengem Wierk erhale sinn d'Pröomium (Einleitung), fir e groussen Deel d'Bicher 6 bis 9 (Kricher a Spuenien, géint den Hannibal an an Afrika) an d'Bicher 11-17 (Kricher a Griicheland, Syrien, géint de Mithridates vu Pontos an d'Bellum Civile (Biergerkrich) zanter de Gracchen).

D'Fuerschermeenung iwwer den Appianus ass problematesch. Zimmlech sécher huet hie méi wéi een Auteur als Quell benotzt, mä déi Quelle sinn net ëmmer sécher. Den Appianus schreift deelweis méi wéi e Schrëftsteller an ass der Chronologie och net ëmmer trei. Seng Vue vu Roum ass z'erklären well am 2. Joerhonnert d'Réimescht Räich quasi op sengem Héichpunkt ukomm war, an d'Grenze stabil waren. Fir verschidden Epochen, zum Beispill d'Biergerkricher, ass säi Wierk eent vun de wichtegste vun där Zäit.




#Article 58: Flavius Arrianus (173 words)


De Flavius Arrianus, gebuer ëm 92, a gestuerwen ëm 175, war e réimeschen Historiker aus Nikomedeia a Bithynien, eng réimesch Provënz a Klengasien.

Als Member vum Senatorestand huet hien an der réimescher Verwaltung ënner dem Keeser Hadrian geschafft. Ausserdeem war hie Statthalter vu Kappadokien.

Ugefaange mat Schreiwen huet den Arrianus kuerz virum Doud vum Hadrian. Genee wéi säi Virbild de Xenophon huet hien an einfachem atteschem Stil eng Partie Wierker geschriwwen, gréisstendeels historescher. Vu senge Wierker ass eis Alexandrou Anabasis (iwwer den Alexanderfeldzuch) an Indike (iwwer Indien) erhalen. Weider Schrëften, déi allerdéngs verluer gaange sinn, handele vun den Diadochen, de Parther a Bithynien.

Well eis en zäitgenëssescht Wierk zum Alexander feelt, zielt dem Arrianus seng Alexandergeschicht nieft dem Curtius Rufus, dem Diodor, dem Justinus Trogus an dem Plutarch zu de wichtegsten an zouverlässegste Quellen iwwer den Alexander de Groussen. Dem Arrianus seng Alexandergeschicht besteht aus siwe Bänn a gouf an engem niichterne Stil geschriwwen. Seng Quelle waren de Kleitarch an de Ptolemaios I., déi allebéid de Feldzuch matgemaach hunn an doriwwer geschriwwen hunn.




#Article 59: Gaius Iulius Caesar (1380 words)


De Gaius Iulius Caesar oder Julius Cäsar, gebuer den 13. Juli 100, a gestuerwen de 15. Mäerz 44, war e réimesche Staatsmann, Feldhär an Auteur.

De Julius Cäsar koum aus der renomméierter Patrizierfamill vun de Julier (gens Iulia), déi hir Wuerzelen op de Iulus zréckféiert, de Jong vum trojaneschen Aeneas, deen dann erëm de Jong vun der Venus gewiescht si soll. Um Héichpunkt vu senger Carrière huet den Cäsar en Tempel zu Éiere vun der Venus baue gelooss, fir dës Verbindung z'ënnerstëtzen.

Dem Cäsar seng Famill war net räich am Verglach mam réimeschen Adel, a politesch haten nëmme wéineg Memberen eng Roll gespillt: wärend der réimescher Republik, am 5. Joerhonnert v. Chr. fënnt een dacks den Numm Iulius an de Lëschte vun de Konsulen, mä dës Lëschte sinn ëmstridden. 451 war e gewëssene Gaius Iulius Iullus Member vun den Decemviri, déi de Staat verännert hunn. Fir follgend Joerhonnerte sinn nëmmen zwéi Konsule nogewisen, fir d'Joren 267 an 157. Dem Cäsar säi Papp gouf 92 Prätor. Verschidde Membere vun der Famill ware Konsul oder Censor. Dem Cäsar seng Originnen a seng Famill hu seng Positioun wärend de réimesche Biirgerkricher bestëmmt. Säi Monni war de Feldhär Marius, deen d'Kimbern an d'Teutonen besiigt huet, an als Konsul d'Fraktioun vun de Populares am réimesche Senat ugefouert huet.

D'familiär Relatioune mam Cinna a mam Marius hunn den Cäsar séier an d'Oppositioun vis-à-vis vum Diktator Sulla bruecht, deen d'Fraktioun vun den Optimates vertrueden huet. De Sulla huet vum Cäsar d'Scheedung vum Cornelia verlaangt, mä den Cäsar war net averstanen an huet Roum verlooss. Obwuel hien duerch d'Hëllef vun aflossräiche Frënn begnodegt gouf, ass hien net op Roum zréckkomm.

Hie gouf mat 19 Joer Offizéier ënner dem Marcus Minucius Thermus, dem Propraetor a Statthalter vun der Provenz Asia. Bei der Belagerung vun der Insel Mytilene gouf den Cäsar mat der Corona Civica, der Biergerkroun, ausgezeechent, déi deejéinege krut, deen engem réimesche Matbierger an enger Schluecht d'Liewe gerett huet. Fir datt et mat der Belagerung e Stéck gëtt, gouf den Cäsar an enger diplomatescher Missioun bei de Kinnek Nikomedes vu Bithynien geschéckt.

Eréischt nom Doud vum Sulla (78) huet den Cäsar et gewot, zréck op Roum ze goen a weider u senger politescher Carrière ze schaffen.

Ufanks 73 krut den Cäsar no der Wiel zum Militärtribun dat éischt héijert Amt: Hien iwwerhëlt d'Plaz vum Gaius Aurelius Cotta a gëtt an d'Paschtouerkollegium vum Pontifices gewielt. 69 erreecht hien d'Quastur, den ënneschten Träpplek vum réimesche Cursus honorum.

Nodeem seng Fra Cornelia 68 gestuerwe war, bestit hie sech mat der Pompeia, dem räiche Kandskand vum Sulla. D'Sue kommen him fir säi politeschen Opstig geleeën. 65 gëtt hie curuleschen Aedil an 63 gëtt den Cäsar Pontifex maximus. Wärend der catilinarescher Verschwörung koum de Cäsar mat engem bloen A dovun. Obschonn hie fréier mam Catilina zesummegeschafft hat, konnt him eng Bedeelegung un der Verschwörung ni nogewise ginn. D'Joer drop gëtt hien zum Praetor gewielt. E Skandal, d'sougenannte Bona-Dea-Affär féiert 62 zur Scheedung vun der Pompeia.

Dat éischt wichtegt Amt fir de Cäsar war d'Proprätur a Spuenien. Seng aggressiv Krichsféierung géint d'Iberer festegt säi Ruff als kapabele Strateg an och seng Finanzen. Genuch Geldmëttele waren eng Viraussetzung fir d'Kandidatur op d'héchsten Amt, d'Konsulat.

Vill Senateure ware géint dem Cäsar seng Ambitioune fir Konsul ze ginn. Dowéinst ass hie mam Marcus Licinius Crassus a Gnaeus Pompeius Magnus eng strategesch Partnerschaft agaangen. Allen dräi wollte se vun hire respektive Virdeeler profitéieren. Am éischten Triumvirat koumen d'Sue vum Crassus (hie war de räichste Mann vu Roum), de militäreschen Afloss vum Pompeius (hie war den erfollegräichste Generol) an de politeschen Afloss vum Cäsar. Fir dës Allianz z'ënnermaueren huet de Pompeius dem Cäsar seng Duechter Julia bestuet.

Den Triumvirat konnt dann och dem Cäsar seng Kandidatur fir d'Konsulat vun 59 duerchsetzen. Seng Amtsféierung war am Senat ëmstridden, eng Strofverfolgung nom Enn vum Konsulat gouf awer duerch déi mat fënnef Joer ongewéinlech laang Amtszäit als Prokonsul an Iryllien a Gallien (Cis- an Transalpina) verhënnert. Viru sengem Untrëtt bestit hien d'Calpurnia.

D'Prokonsulat a Gallien war de wichtegste Muechtgewënn fir de Cäsar. Als Prokonsul konnt hien eng Arméi opstellen an, obschonn dëst net zu senge Flichte gehéiert huet, fänkt hien e Feldzuch duerch Gallien un.

Duerch d'Verlängerung vum Triumvirat 56 zu Ravenna konnt dem Crassus a Pompeius hiert gemeinsaamt Konsulat fir 55 duerchgesat ginn, an d'Verlängerung vum Cäsar sengem Prokonsulat fir fënnef weider Joren. Doduerch konnt de Cäsar am Ganzen zéng Joer a Gallie bleiwen an d'Eruewerung vum Land ofschléissen.

Et gëtt geschat datt beim Galliekrich ronn eng Millioun Gallier hiert Liewe gelooss hunn, an eng weider Millioun versklavt gouf. A sengem Wierk De Bello Gallico schreift de Cäsar selwer iwwer dës Zäit a Gallien. Am Vercingetorix, dem Fürst vun den Averner huet hien e redoutable Géigner begéint. Eréischt an der Schluecht bei Alesia (51) gouf déi gallesch Resistenz definitiv gebrach. De Vercingetorix, dee sech dem Cäsar virun de Mauere vun Alesia erginn hat, gouf zu Roum higeriicht.

Am Joer 53 war de Crassus bei engem Feldzug géint d'Parther ëm d'Liewe komm. Zu gläicher Zäit war de Pompeius méi no bei de Senat geréckelt, well him de Cäsar ze mächteg gi war. Dëst ass d'Enn vum éischten Triumvirat. Nom Enn vu sengem Prokonsulat hat de Cäsar zu Roum keng politesch Basis méi, an huet misse fäerten, vum Senat zur Recheschaft gezunn ze ginn. Dësen huet sech op d'militäresch Muecht a Fäegkeet vum Pompeius verlooss.

Wéi de Cäsar selwer zouginn huet, huet hien de Putsch wéinst senger dignitas, senger Würd, gemaach. Obschonn et verbuede war, géint de Wëlle vum Senat mam Militär an Italien anzemarschéieren, huet de Cäsar den 11. Januar 49 de Grenzfloss Rubikon iwwerschratt. Bei dësem Evenement soll dann och de berüümte Saz Alea Iacta Est (d'Wiirfel si gefall) gefall sinn. Ouni Widderstand kënnt de Cäsar zu Roum un, de Pompeius an aner Membere vum Senat waren a Griicheland geflücht.

Et sinn awer nach zwee weider Feldzich noutwenneg. Am Afrikanesche Krich ass de Cäsar 46 Vainqueur iwwer republikanesch Senatstruppen ënner dem Cato de Jonken. Am Hispanesche Krich fält d'Entscheedung 45 an der Schluecht bei Munda géint d'Jonge vum Pompeius.

Schonn éier hien endgülteg Elengherrscher gëtt, plangt den Cäsar fundamental Reforme vum réimesche Staat. Hie léisst Gesetzer codifizéieren, plangt eng grouss Bibliothéik a mam julianesche Kalenner reforméiert hien och de réimesche Kalennersystem.

Nodeem hien 46 aus Egypten zréckkoum, gouf hie fir zéng Joer zum Diktator ernannt. No senge militäreschen Erfolleger a Spuenie gouf hien zum dictator perpetuus, zum Diktator op Liewenszäit, ernannt. Besonnesch dëse leschte verfassungswidregen Titel léisst Spekulatiounen opkommen, den Cäsar wéilt Kinnek ginn.

Nach haut si sech d'Historiker net eens, wéi wäit ee sou Spekulatioune gleewe soll. Sécher ass, datt seng Positioun där vun engem Kinnek geglach huet, och wann hien d'Monarchie net erëm agefouert huet. Op alle Fall entscheet hie sech fir e Feldzug an den Osten, fir d'Parther z'ënnerwerfen.

Iwwer de Pabeier kënnt dëse Plang allerdéngs net eraus, d'Attentat op den Cäsar setzt sengem Feldzug en Enn. Op den Ide vum Mäerz 44 fält den Cäsar engem Komplott am Senat zum Affer, déi vum Marcus Junius Brutus ugefouert gouf. Dem Cäsar seng berüümt leschte Wierder (anscheinend op Griichesch) sinn un dee Mann geriicht, fir deen hien trotz allen Ënnerscheeder e väterleche Frënd war: Kai sy teknon, Och du, mäi Jong ?. Den Cicero, Géigner vum Cäsar mä um Attentat net bedeelegt, war Zéien a schreift spéider, et wir dat gerecht Enn fir en Tyrann.

Der Legend no huet dem Cäsar seng Fra Calpurnia hie gewarnt, net an de Senat ze goen, well si vu senger Ermuerdung gedreemt hätt. Doropshin hätt den Cäsar geäntwert Et gëtt näischt wat mer fäerte mussen, ausser der Angscht.

Nom Cäsar sengem Doud komme nach weider Biergerkricher déi bis zum Joer 31 undauere wäerten.

Iwwer säi Feldzug a Gallien huet den Cäsar säi Wierk De bello Gallico, De gallesche Krich, geschriwwen. A sengem Wierk beschreift den Cäsar liefhaft d'Schluechten an d'Intrige wärend den néng Joer a Gallien. Doriwwer eraus kann een dem Buch och eng Rei geographesch Fakten enthuelen. De bello Gallico ass natierlech och eng Rechtfertegung vu sengem Feldzug, deen ënner anerem d'Zil hat, an der réimescher Politik present ze bleiwen a fir sech selwer als ruhmräiche Feldhär duerzestellen.

Donieft huet den Cäsar och e Wierk iwwer de réimesche Biergerkrich geschriwwen, De bello civili.

Weider Schrëfte sinn nëmme fragmenthaft erhalen oder ganz verluergaangen.




#Article 60: Klaus Kinski (142 words)


De Klaus Kinski (eigentlech: Nikolaus Günther Nakszynski), gebuer den 18. Oktober 1926 zu Zoppot (haut: Sopot a Polen) a gestuerwen den 23. November 1991 zu Lagunita a Kalifornien, war en däitsche Schauspiller a Filmregisseur.

E gouf duerch seng Recitale vum François Villon a vum Rimbaud bekannt. En ass besonnesch duerch seng Optrëtter bei deenen hien aus dem Neien Testament gelies a gespillt huet, opgefall.

De groussen Duerchbroch koum mat den däitschen Edgar Wallace Filmer.

An den Italowestern huet hie mat Virléift de brutale Béise gespillt, do sief haaptsächlech emol Il grande silenzio ernimmt.

Seng bescht a schéinst Rollen huet e beim Werner Herzog gespillt. De Kinski an den Herzog hu sech zerstridden, gehaasst an hunn awer ëmmer erëm zesumme geschafft, a Filmer wéi Aguirre, der Zorn Gottes oder Fitzcarraldo. Iwwer hiert Verhältnes huet den Herzog souguer en Dokumentarfilm gedréint, Mein liebster Feind.




#Article 61: Réimescht Räich (1570 words)


Als Réimescht Räich (Imperium Romanum) bezeechent ee generell de réimesche Staat an de Joerhonnerten no der Reorganisatioun duerch den Augustus. Am alldeegleche Sproochgebrauch gëtt den Ausdrock Réimescht Räich och benotzt fir d'Gebitt ze beschreiwen, dat vu Roum vum 6. Joerhonnert v. Chr. bis zum 5. Joerhonnert n. Chr. beherrscht gouf, am Wuertsënn vun imperium romanum versteet een dorënner allerdéngs just d'Vollmuechte vum Imperator, also dem Keeser.

Obscho Roum och scho virum Augustus Länner eruewert hat, déi vu Roum als Provënz verwalt goufen, oder als Clientsstaaten hu missen Tribut bezuelen, gëtt de réimesche Staat nëmme fir déi Zäit no der Arichtung vum Augustus senger Autokratie Imperium Romanum genannt. Fir déi Zäit virdru schwätzt ee vun der Réimescher Republik. Den Ënnerscheed tëscht réimeschem Räich a réimescher Republik hunn nofollgend Generatioune gemaach fir ervirzesträichen, datt Roum vun do un eng Monarchie war. D'Réimer aus där Zäit selwer hu sech dogéint drop behaapt, d'Republik géif weider bestoen, och wann déi aner Vëlker dat ni sou gesinn hunn.

Déi gréisst Ausdehnung hat d'Réimescht Räich zu der Zäit vum Keeser Trajan, wéi d'Territoiren ëm d'Mëttelmier, Gallien, Deeler vu Britannien a Lännereie ronderëm d'Schwaarzt Mier zum Räich gezielt hunn.

D'Réimescht Räich hat e groussen Afloss op d'Gebidder wou et sech ausgebreet huet, a souguer iwwer d'Grenzen eraus. Am Oste vum Räich huet sech de réimeschen Afloss mat griichesch-hellenisteschen an orientaleschen Elementer vermëscht, wärend de Weste latiniséiert gouf.

Aus dem Latäin hu sech déi modern romanesch Sproochen (Italieenesch, Franséisch, Spuenesch, Portugisesch a Rumänesch) entwéckelt, op d'Entwécklung vun anere Sprooche wéi d'Däitscht hat si groussen Afloss. Virun allem dat europäescht Rechts- a Staatswiesen ass staark vum Réimesche Räich markéiert ginn.

D'Geschicht vum Réimesche Räich léisst sech a verschidde Phase mat fléissenden Iwwergäng ënnerdeelen, vun deenen der hei 6 opgezielt sinn:

De Stadstaat Roum, deen um Ufank ënner etruskescher Kinneksherrschaft stoung, krut ëmmer méi Afloss an Italien, nodeem e sech zirka 500 vun den Etrusker lassgeléist hat. Et ass och zu där Zäit, datt d'Kinnekräich an eng Republik ëmgewandelt gouf, déi all Kéier fir ee Joer, vun zwéi Konsulen, déi vum Senat gewielt goufen, regéiert gouf. Als éischten, eenegermoosse feste Punkt kann een d'Zwieleftafelegesetz vu 451 v. Chr. notéieren.

Roum huet mat enger Expansioun a Mëttelitalien ugefaangen, mä huet nieft Succèsen och Néierlage missen astiechen. Duerno koumen d'Samnitekricher (343-290) an de Latinerkrich (340-338). Roum huet sech en Alliancesystem geschaf, andeems Kolonien op strategesch wichtege Plaze gegrënnt goufen. Ausserdeem goufen Unioune mat den italieenesche Stämm geschloss, woubäi déi Awunner awer net dat réimescht Biergerrecht kruten.

Am 3. Joerhonnert v. Chr. setzt sech Roum géint d'Samniten an aner italieenesch Stämm duerch. No an no ass déi ganz Hallefinsel ënner réimesch Herrschaft gefall, mat der Ausnam vun Ueweritalien, dat méi spéit annexéiert gouf. Am Süde goufen d'griichesch Stadstaaten ageholl. Dës Expansioun huet zu engem Konflikt mam bis dohi friddleche Karthago gefouert, an dëst zu de Punesche Kricher.

Am Éischte Punesche Krich (246-241) huet Roum eng Flott opgebaut, fir sech Karthago entgéintzestellen. No verschiddene Néierlage konnt Roum sech a Sizilien etabléieren. Datt dëst Karthago net gepasst huet ass kloer, a sou koum et zum Zweete Punesche Krich, wou den Hannibal Roum ellen un d'Ziddere bruecht huet, besonnesch duerch d'réimesch Néierlag bei Cannae. Allerdéngs ass et dem Hannibal net gelongen, den italieeneschen Allianzsystem ze zerstéieren, an de réimesche Feldhär Scipio gouf dem Hannibal 202 bei Zama Meeschter. Karthago huet seng Muecht verluer a Roum, nieft Spuenien, huet un Afloss gewonnen.

D'Victoire iwwer Karthago an den zwéin éischte Punesche Kricher huet d'Stellung vu Roum am westleche Mëttelmier ofgeséchert. Vun 200 huet sech Roum och an d'Muechtspill vun den hellenistesche Räicher agemëscht. Do waren d'Groussmuechten net an der Lag, friddlech zesummenzeliewen. D'Folleg ware Konflikter mat den Antigoniden wou Roum a Griicheland intervenéiert ass, fir de makedoneschen Afloss zréckzedrängen. E weidere Krich gouf géint d'Seleukiden gefouert, an e Ruff ëm Hëllef hat e Krich géint den Antiochos III. zur Folleg. Domat gouf Roum de facto d'Haaptmuecht am ëstleche Mëttelmier. D'Versich vu Makedonien, hir Hegemonie oprecht z'erhalen, hunn zu weidere Kricher gefouert, woubäi Makedonien 148 de Kierzere gezunn huet, an zu enger réimescher Provënz gouf. Dat selwecht Schicksal gëllt fir Griicheland 146, an, no der Zerstéierung vu Karthago am Drëtte Punesche Krich, fir d'nei Provënz Africa. Nëmmen Egypten, dat an e réimescht Protektorat ëmgewandelt gouf, a Pergamon konnten hir Onofhängegkeet fir eng Zäit sécheren. Pergamon gëtt 133 zu enger réimescher Provënz. 64/63 gëtt de Rescht vum Seleukideräich duerch de Pompeius zur Provënz Syria.

Zanter der Mëtt vum 2. Joerhonnert v. Chr. war d'Republik an enger innepolitescher Kris, déi zu de réimesche Biergerkricher an zu enger Reform vum politesche System féiere sollt. D'Reform vun de Bridder Tiberius Gracchus a Gaius Gracchus, d'Gracchesch Reform, sollt och den äermste Schichte vun der Bevëlkerung hëllefen, zu Land ze kommen. Obwuel dës Reform net duerchgesat konnt ginn, huet si dach e Konflikt opgeworf, dee soubal net ophale sollt: d'Optimates an d'Populares hu sech géigesäiteg d'Liewe schwéier gemaach, fir hir Politik duerchzesetzen. Mä och an Italien huet et gebrodelt, an den Allianzsystem koum un d'Wackelen, wat zum Bundesgenossekrich gefouert huet, no deem och all d'Allianzpartner d'réimescht Biergerrecht kruten.

Am Senat goung de Sträit monter weider, an ufanks konnt de Sulla sech als Diktator behaapten. No sengem Doud hu sech de Julius Cäsar an de Pompeius bekricht, woubäi de Pompeius de Kierzere gezunn huet. Mä och den Cäsar konnt sech als Diktator net behaapten a gouf 44 v. Chr. ermuert.

Nom Doud vum Cäsar ass et de Republikaner awer net gelongen, déi al Verhältnesser erëm hierzestellen, an den Octavian, de spéideren Augustus, huet sech schlussendlech duerchgesat.

Als dem Cäsar säin Ierwen hat den Octavian et ufanks zimmlech schwéier. Mä en huet aus de Feeler vu sengem Virgänger geléiert, a goung seng Reform méi douce un, fir de Senat net ze bruskéieren. Hie wollt net, datt et him genee sou ergoe géif wéi dem Cäsar. Hien huet deemno ufanks déi republikanesch Konstitutioun a Kraaft gelooss, a sech seng Positioun duerch eng ganz Partie Ämter ofgeséchert. De Senat huet am Octavian dann och kee Kinnek gesinn, mä de Princeps, den éischte Bierger. De Regime, dee vum Octavian agefouert gouf, gëtt dowéinst och Prinzipat genannt. Am Joer 27 eiser Zäit krut hie vum Senat den Titel mat deem hien an d'Geschichtsbicher agoung, Augustus.

D'Keeser ware Meeschter iwwer de gesamte Mëttelmierraum, an och de Westen a Süde vu Germanien huet zum réimesche Räich gehéiert. Am Nordoste goufen d'Réimer allerdéngs am Joer 9 gestoppt (Varusschluecht). Ënner dem Keeser Claudius koum Britannien zum Räich a spéider och Thrakien. Déi gréisst Ausdehnung hat d'Räich zu der Zäit vum Keeser Traianus am Joer 117. Och d'Zäit vum Keeser Hadrian, deen zwar déi ëstlech Eruewerunge vum Traianus opginn huet, ass eng gutt Zäit fir d'Räich.

An der Mëtt vum 2. Joerhonnert huet et geschéngt, datt d'Räich op sengem Héichpunkt ukomm wier, mä schonn ënner dem Marcus Aurelius koumen déi éischt Problemer op d'Réimer duer (Kämpf mat de Germanen a Parther). An de follgende Joerzéngte war keng Rou am Räich. D'Grenze goufen ëmmer méi dacks ugegraff an och innepolitesch war d'Situatioun net roseg. Am 3. Joerhonnert konnten d'Severer d'Lag liicht stabiliséieren, mä och si konnten e Krich mat de Sassaniden net verhënneren. Doropshi koumen d'Zaldotekeeser un d'Muecht, déi de Streidereie Meeschter ginn an Palmyra ënnerworf hunn (272).

Vun 284 un, mam Diokletian, gëtt vun der sougenannter Spéitantiquitéit geschwat. Hien huet d'Verwaltung reforméiert an de System vun der Tetrarchie agefouert. No dësem System gëtt et ëmmer zwéi Senior-Keeseren (Augusti) an zwéi Junior-Keeseren (Caesar). D'Räich war scho laang fir een eleng ze grouss ginn, mä de Gedanken, d'Unitéit opzeginn, koum net a Fro.

Dem Konstantin de Groussen war dat allerdéngs net genuch. Hien huet seng Rivalen aus dem Wee geraumt a war 324 erëm eenzege Keeser. An d'Geschichtsbicher agaangen ass hie virun allem duerch d'offiziell erlabe vum Chrëschtentum an duerch d'Grënnung vu Konstantinopel, wouduerch sech den Haaptschwéierpunkt vum Räich méi no Oste geriicht huet.

Ënner dem Valentinian I. gouf d'Räich aus Verwaltungsgrënn dann trotzdeem opgedeelt, eng Deelung déi nom Doud vum Theodosius I. definitiv wäert sinn. No der Néierlag vun Adrianopel konnt hien d'Goten a Schach halen, andeems hie Veträg mat hinnen ënnerzeechent huet.

Am Laf vum 5. Joerhonnert ass allerdéngs d'westréimescht Räich zerfall, iwwer d'Ursaache gëtt zanterhier gestridden. Eng dovu war sécher d'Vëlkerwanderung, déi eleng awer sécher net decisif war, wou d'Räich den Ustuerm vun de Barbaren virdrun dach zwee Joerhonnerte laang paréiere konnt! Als warscheinlechst Ursaach kéint een, mam Michael Grant, d'Zesummespill vu follgende Faiten nennen:

No der Schluecht vun Adrianopel 378 goung ëmmer méi d'Kontroll iwwer déi westlech Provënze verluer. Virun allem de Verloscht vun Africa war e schwéiere Schlag. De Regierungssëtz war op Ravenna verluecht ginn, mä och an Italien hunn d'Germanen ëmmer méi un de Grenze geréckelt. 410 hunn d'Westgoten Roum eruewert, 455 sinn d'Wandalen nogezunn. D'réimesch Arméi, déi zu engem gréissten Deel aus Mercenairë bestanen huet, hat deem wéineg entgéintzesetzen, an innepolitesch war scho laang net méi alles wéi et sollt sinn. 476 huet den Odoaker, de leschten aus der Rei vun de germaneschen héije Beamten am réimische Sold, de westréimesche Keeser Romulus Augustulus ofgesat, huet awer erkläert, e géif den ostréimesche Keeser als nominell iwwer hie gestallt ugesinn.

Am Oste war d'Situatioun méi gënschteg, an d'Byzantinescht Räich huet nach bis an d'15. Joerhonnert era virubestanen.

D'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun huet sech als Nofollger vum Westréimesche Räich ugesinn, wärend de russeschen Zar iwwer d'byzantinesch Ierfschaft och d'Keeserkroun revendiquéiert huet. D'Begrëffer Keeser an Zar sinn dann och vum réimeschen Caesar ofgeleet.




#Article 62: Handball (550 words)


Handball, oder Halenhandball, zielt zu enge vun deene Sportaarten mat deem meeschte Kierperkontakt. Déi zwou Ekippe musse probéieren, de Ball am Géigner säi Gol ze schéissen.

Den Handball gouf soss um Feld (Feldhandball) gespillt, haut awer haaptsächlech an der Hal. Ëmmer méi beléift ass hautdesdaags de Beachhandball fir op der Plage. An Amerika gëtt och nach e Cityhandball fir an der Stad.

Handball-änlech Spiller gouf et schonn an der Antiquitéit. An der Odyssee vum Homer goufen d'Spiller vun Urania beschriwen. Bei de Réimer gouf et Harpaston genannt. Béid Spiller hate verschidden Eegenschafte vum Handball. De Walther von der Vogelweide huet och vun engem Fangballspiel geschriwwen.

Eng Handballfeld huet eng rechteckeg Form vu 40 op 20 Meter. Eng Mëttellinn trennt dëst Feld an zwou gleichgrouss Hallschenten.

Op de Säite stinn d'Goler. Virun all Gol sinn zwéin Hallefkreeser gezeechnet. Dee méi klengen huet en Duerchmiesser vu 6 Meter an trennt dem Golkipp säi Raum vum Rescht vum Terrain of. Et ass kengem Feldspiller erlaabt an dee Krees dranzetrëppelen. Deen zweeten Hallefkrees, bekannt als 9-Meter-Linn, ass gestréchelt.

Riicht virum Gol gëtt et och nach d'7 Meter-Linn, déi sou wéi d'11 Meter-Linn beim Foussball, fir Strofwërf ass.

A spezielle Fäll kann den Terrain och méi kleng sinn.

All Ekipp besteet aus 6 Feldspiller an engem Golkipp. Bis zu 7 Spiller däerfen op der Bänk sëtzen.

D'Längt vun engem Match hänkt vum Alter vun den Ekippen of. D'Häre spillen 2x 30 Minutten. Méi Jonker spillen 3x 10 Minutten.

De Ball däerf net mam Fouss a Kontakt sinn. All anere Kierperdeel, de Knéi mat abegraff, däerfen de Ball awer beréieren. Mam Ball am Grapp däerf ee maximal dräi Schrëtt virum Dribbelen an dräi Schrëtt nom Dribbele maachen, soss gëtt et Marché. Bei engem Ballbesëtz däerf nëmmen eng Kéier gedribbelt ginn oder de Arbitter päift duebelen Dribbel (oder einfach Duebelen). Bei Marché oder Duebelen kritt de Géigner de Ball.

Wien net dribbelt, däerf de Ball héchstens dräi Sekonne behalen.

De Golkippsraum däerf vu kengem Feldspiller beréiert ginn. Et ass allerdéngs erlaabt, an dëse Raum eranzesprangen, soulaang een de Ball geschoss huet ier een de Buedem nees beréiert. De Golkipp däerf säi Raum verloossen, zielt awer dann als normale Feldspiller an däerf dowéinst och net mam Ball am Grapp a säin eegene Raum zrécktrëppelen.

Gepaff gëtt vun engem bis zwéin Arbitteren um Feld an engem Offiziellen op der Auerbänk.

Jiddwer Ekipp däerf pro Hallschent eng Kéier en Time-out vun enger Minutt ufroen. Dës Auszäit kann nëmme vum Arbitter geneemegt ginn, wann dës Ekipp am Ballbesëtz ass.

Auswiesselen däerf sou dacks wéi ee wëll gemaach ginn. D'Spill gëtt dobäi net ënnerbrach. D'Ausswiessele muss awer an der Géigend vun der Mëttelfeldlinn geschéien an nëmmen op der Säit vun der Bänk.

Gewonnen huet, wie beim Ofpäifen déi meescht Goler geschoss huet.

D'Spiller däerfen hire Géigner blockéieren, och duerch Kierperkontakt, an de Ball ewechhuelen. De Ball däerf awer net aus de Gräpp gerappt ginn, an de Géigner däerf och net festgehale ginn oder gestouss ginn.

Bei Feeler geet de Ball un de Géigner a follgend Strofe kënne gepaff ginn:

Déi offiziell op der Bänk, Trainer, Kotrainer, Dokter... , kënnen och verwarnt ginn (wann se ze vill jäitzen). Bei der zweeter Verwarnung musse si d'Feld verloosen.

D'Informatiounen iwwer d'Lëtzebuerger Handballfederatioun F.L.H. an iwwer d'Veräiner zu Lëtzebuerg stinn am Artikel Fédération luxembourgeoise de handball.




#Article 63: Luxair (261 words)


DLuxair - Société Luxembourgeoise de Navigation Aérienne, ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft. Hir Heemechtsbasis ass de Fluchhafe Lëtzebuerg.

Am Joer 2019 huet d'Luxair 2.148.098 Passagéier op hire Linnen- a Vakanzeflich transportéiert.

Zanter 2009 ass d'Luxair Partner bei der Lufthansa hirem Miles  More-Programm.

Generaldirekter vun der Gesellschaft ass zanter dem 12. Mee 2020 de Gilles Feith, deen déi Plaz vum Adrien Ney iwwerholl hat, wéi deen no 15 Joer un der Spëtzt vun der Luxair am Juni 2020 an d'Pensioun gaangen ass.

Den 9. Januar 1948 gouf dLuxembourg Airlines Company gegrënnt an den 2. Februar 1948 ass hiren éischte Fliger, eng Douglas DC 3 op de Fluchhafe Le Bourget op Paräis geflunn. D'Gesellschaft ass den 21. Oktober 1961 a Luxair - Société Luxembourgeoise de Navigation Aérienne ëmbenannt ginn.

Den 2. Dezember 1977 ass fir d'Luxair mam Kaf vun hirer éischter Boeing 737-200 eng nei Ära ugaangen. De Fliger krut d'Immatrikulatioun LX-LGH a gouf den 18. Dezember, vum deemolege Prënz Henri um Findel op den Numm Prince Henri gedeeft. De selwechten Nomëtte gouf d'Maschinn festlech mat Livesendung op RTL Télé Lëtzebuerg an de Linnendéngscht opgeholl an ass op Malaga geflunn.

Den 21. Oktober 2015 huet Luxair mat senger Fluchverbindung mat Frankfurt opgehalen. Dee leschte Fliger, d'Embraer 145 LX-LGZ ass um 22:00 um Findel gelant. D'Fluchverbindung mat Frankfurt huet zanter dem 2. Abrëll 1962 bestanen.

Der Luxair gehéiere 35,10 % vun der Cargolux.

Vun Ufank un haten d'Fligeren eng turquoise Faarf. Deen éischte Bombardier Q400 vun der Luxair, deen den 31. Mee 2007 fir d'éischt um Fluchhafe Lëtzebuerg gelant ass, ass an de rout-wäiss-bloe Faarwen.




#Article 64: Esch-Uelzecht (1384 words)


Esch-Uelzecht ass eng vun den  Gemengen an eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Et gëtt keng aner Uertschaften an der Gemeng. Mat  Awunner () ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.

Laang en einfacht Bauerendierfchen, am Dall vun der Uelzecht, huet Esch mat der Entdeckung vun der Minett (ëm 1870), an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht. D'Strukturkris an deem Secteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn.

Déi doduerch entstanen Industriebrooche sinn zum Deel am Gaang, nei bebaut ze ginn. Sou ginn a goufen zanter 2005 op Belval nei administrativ, kulturell an edukativ Gebaier, mä och Wunnengen, Büroen a Geschäfter gebaut. An den 2020er Jore soll den Terrain vun der fréierer Schëfflenger Schmelz nei strukturéiert a bebaut ginn, an um fréiere Site vu Terres-Rouges soll virun allem Wunnraum geschafe ginn.

Den 10. November 2017 gouf Esch vum Europäesche Conseil, op Recommandatioun vum zoustännege Comité, zesumme mam litauesche Kaunas, zur 
Europäescher Kulturhaaptstad 2022 ausgewielt. Och déi 10 Gemenge vum Gemengesyndikat ProSud an déi vum Pays-Haut Val d'Alzette, déisäits der Grenz, solle matmaachen.

Schonn zanter der Eisenzäit, virun iwwer 2.500 Joer, gouf um Territoire vun der haiteger Gemeng Esch Boun- a Wisenäerz verschafft; um Flouer 'Op der Gläicht', e Plateau tëscht Esch a Rëmeleng, goufen 2003-2006 bei archeologeschen Ausgruewungen Reschter vun Iewen, Schlaken, Neel a soss paleometallurgesch Zeie fonnt. Och d'Kelten hu sou do Eise gemaach. Nom Enn vun der Réimerzäit an der Vëlkerwanderung ass d'Wëssen dovu verluer gaangen.

Den 12. Abrëll 1128 ass Esch fir d'éischt Kéier, ënner dem Numm Asch, an enger Bulle vum Poopst Honorius II. ernimmt ginn. De Jang de Blannen huet hir de 16. Mee 1328 den Titel Fräi Stad iwwerdroen.

Am Laf vun de Joerhonnerte gouf Esch ëmmer nees vu friemen Truppen iwwerfall, an dacks staark zerstéiert. 1677, op Uerder vum Louis XIV., hunn d'Stadmauere misse geschleeft ginn. Am Juli 1830 huet Esch dunn och nach säin Titel Stad verluer. Mä net laang duerno, den 12. Oktober 1841, gouf se duerch eng kinneklech-groussherzoglech Veruerdnung zum Chef-lieu vum neie Kanton Esch ernannt.

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ass et mat der industrieller Entwécklung ëmmer méi schëtzeg virugaangen. Fir d'éischt am Tagebau, duerno och a Galerien, gouf d'Minett ofgebaut, an an de Schmelzen, déi wéi Champignonen aus dem Buedem geschoss koumen, verschafft. Mat den neien Aarbechtsplazen ass och d'Populatioun vun Esch rasant an d'Luucht gaangen. D'Aarbechter koumen am Ufank aus anere Géigende vum Land, virun allem dem Éislek, mä scho fréi hu missen Aarbechtskräfte vu soss hier erbäigeruff ginn, aus den Nopeschlänner, mä och aus Polen an Italien. Esch huet sech dunn och iwwer säin historesche Stadkär (den haitege Quartier Al Esch) eraus ausgebreet: Ronderëm d'Schmelzen (Metze Schmelz, Brasseurs Schmelz) sinn nei Stroossen a Wunnengen entstanen (Quartiere Grenz an Neiduerf 1872, Hiel 1894-1904).

Den 31. August 1876 gouf, duerch Gesetz vum 6. Juli 1876, d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt fir déi eegestänneg Gemeng Schëffleng ze schafen.

Den 29. Mee 1906, huet de Grand-Duc Guillaume fir d'zweet Kéier Esch-Uelzecht zur Stad ernannt.. Esch hat do 13.000 Awunner.

Tëscht 1909 an 1913 gouf eng nei Schmelz am Westen opgeriicht: d'Adolf-Emil-Schmelz op Belval. Dofir hu missen 91 Hektar Bësch (Clair-Chêne) ëmgehae ginn. Nei Aarbechterwunnenge gi ronderëm gebaut: am Quartier Uecht an d'Cité Welter.

Vun 1910 u gouf de Quartier Brill urbaniséiert. Vill Immigranten aus Italien hunn do hiert Doheem fonnt. D'Uelzecht gouf iwwerdeckelt, an d'Uelzechtstrooss mat hiren Niewestroosse gouf zum neie Mëttelpunkt vun der Stad.

Am Éischte Weltkrich war zu Esch e puer Méint d'Generalquartéier vum däitschen Ierfprënz Wilhelm von Preußen, a gouf souzesoen an e Krichslazarett transforméiert. D'Schmelzen hunn déi Zäit net oder net vill produzéiert. Vill auslännesch Aarbechter sinn nees an hir Heemecht geplënnert.

Direkt nom däitschen Iwwerfall, den 10. Mee 1940, gouf Esch, wéi aner Uertschafte laanscht d'franséisch Grenz, komplett evakuéiert, well gefaart gouf, d'däitsch Arméi géif op der Maginot-Linn hänke bleiwen, an doduerch Esch an e Schluechtfeld verwandelt ginn. Déi meescht Leit koumen an Zentral- oder Südfrankräich ënner. Wéinst der séierer franséischer Defaite koume se no e puer Wochen nees zréck. Bis op e puer Haiser, déi duerch eng Granat zerstéiert gi waren, gouf et keng gréisser Schied.

Wéi iwwerall zu Lëtzebuerg goufen och zu Esch d'Verwaltungsstrukture vum Nazi-Okkupant agefouert. D'Escher Synagog gouf, (wéi och déi an der Stad Lëtzebuerg) zerstéiert. Vum September 1942 u goufen Honnerte vun Zwangsaarbechter, sougenannt Ostarbeiter, déi virun allem aus dem vum Hitlerdäitschland besaten Deel vun Sowjetunioun koumen, an de Schmelzen an an de Galerien agesat. Esch gouf den 10. September 1944 vun den Amerikaneschen Truppe befreit.

Nom Krich huet Esch sech weider ausgebreet, an den 1950er Jore si besonnesch zu Lalleng, am Bruch an zu Raemerech nei Quartieren entstanen. An den 1960er/70er Jore war et besonnesch Wobrécken, dat bebaut gouf.

Esch gouf, wéi aner Stied am Minett och, besonnesch haart vun der Stolkris getraff, virun allem sinn d'Recetten däitlech zréckgaangen. Doduerch konnt d'Renovéierung vum ale Stadkär, deen zimmlech delabréiert war, eréischt an der Mëtt vun den 80er Joren an Ugrëff geholl ginn.

Vun den 1960er Joren un ass d'Populatioun vun Esch no an no zréckgaangen: Vu bal 30.000 am Joer 1960 op 25.000 am Joer 1985. Vill jonk Stéit sinn an d'Schlofstied ronderëm d'Stad geplënnert. Eréischt vun den 90er Joren un ass dësen Trend gestoppt a souguer ëmgekéiert ginn; 2010 huet d'Awunnerzuel vun Esch 30.000 Awunner iwwerschratt.

Zanter dem Ufank vun den 2000er Jore gëtt op der Industriebrooch vu Belval en neie Quartier opgeriicht, no engem Masterplang, dee vun Agora a vum Fonds Belval koordinéiert gëtt, a wou vun ëffentlecher Säit ë. a. d'Uni Lëtzebuerg, Fuerschungsariichtungen, e Gebai fir ëffentlech Verwaltungen an en neie Lycée, vu privater Säit e Kino a Büros-, Wunn- a Geschäftsgebaier am Gaang sinn, gebaut ze ginn, oder scho fäerdeg sinn.

Och op de Sitte vun de fréiere Schmelze vun Esch-Schëffleng (Quartier Alzette) an Terres-Rouges (Rout Lëns) soll an den 2020er Jore virun allem Wunnraum fir eng 10.000 Leit geschafe ginn.

De Gemengerot vun Esch-Uelzecht gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 19 Conseilleren zesummen.

An den 1990er Jore souz eng LSAP-CSV-Koalitioun am Schäfferot. Bei de Gemengerotswale vum 10. Oktober 1999 koum et zu enger Pattsituatioun: Béid Parteie krute 6 Sëtz, an de Spëtzekandidat vun der CSV, den Ady Jung, huet den Usproch erhuewen, fir Buergermeeschter ze ginn. Wéi den CSV-Gemengerotsmember Jos Mischo kuerz drop aus der Partei ausgescheet ass, deemno d'LSAP nees 1 Sëtz méi hat, huet dës weider mat der CSV, déi op hirem Buergermeeschterposte bestanen huet, ouni Succès probéiert, eng Koalitioun op d'Been ze stellen. Och Verhandlungen tëscht LSAP an DP hate kee Succès. Sou koum et den 30. Abrëll 2000 zu Neiwalen, bei deenen d'LSAP 7 Sëtz krut, a sou eng Koalitioun mat deene Gréngen an der Lénker opgestallt huet.

 

Esch-Uelzecht gëtt zanter 2017 vun enger CSV-DP-Déi Gréng-Koalitioun regéiert. Buergermeeschter ass de .

Déi Persounen, déi virdrun dee Posten haten, sinn an dëser Lëscht opgezielt:

Esch-Uelzecht besteet zur Zäit aus 18 Quartieren an zwéin Industrieterrainen, vun deenen deen zu Belval (Arcelor-Mittal) nach a Betrib ass, wärend dee vum fréieren Arcelor-Mittal Wierk Esch-Schëffleng zanter 2012 net méi a Betrib ass an 2016 un de Staat verkaaft gouf.

Esch-Uelzecht läit um südlechen Enn vun der Autobunn A4, déi et mat der Stad Lëtzebuerg verbënnt. Nërdlech vun Esch verleeft d'Autobunn A13, déi vu Péiteng bis op Schengen féiert (an do un déi däitsch A8 ugebonnen ass. Och d'Nationalstroossen N4 an N31 ginn duerch Esch.

Esch läit op den CFL-Linne 6a a 6f. Vun Esch aus féiert d'Ofzweigung 6f op Däitsch-Oth. Et gëtt zwou Garen um Territoire vun der Gemeng: d'Gare Esch-Uelzecht an d'Gare Belval-Université. Marchandisegaren am Neidierfchen an an der Hiel sinn net méi am Betrib.

De Bus-Syndikat TICE huet säi Sëtz zu Esch, d'Linnen 1, 2, 3, 4, 5, 7, 12, 13, 15 a 17 verbannen Esch a seng Quartiere mat den aneren Uertschafte vum Kanton. Ausserdeem läit Esch op de Strecke vun den RGTR-Linnen 306 (Belval), 307, 309 (Belval), 313, 314, 319, 321, 322, 332 an 750.

Deen éischte Fluchhafen am Land war am Quartier Esch-Lankelz bei der haiteger rue de l'Aérodrome. Déi Zäit gouf et ë. a. eng Direktverbindung Esch-London.




#Article 65: Johnny Got His Gun (196 words)


Den Johnny Got His Gun (fr. Johnny s'en va-t-en guerre; dt. Johnny zieht in den Krieg) ass en US-amerikaneschen Anti-Krichsfilm vun 1971, gedréint vum Dalton Trumbo, dee säin eegene Roman vun 1939 verfilmt huet.

De Film erzielt d'Geschicht vum 21-järegen Joe (Johnny) Bonham, dee fräiwillig fir d'USA an den Éischte Weltkrich zitt a vun enger Granat schwéier blesséiert gëtt. Als blannen, an dafstommen Torso läit en dann an engem Spidol, wou en tëscht Dram a Realitéit vegetéiert. No méi wéi engem Joer bréngt hien et fäerdeg sech matzedeelen, mä wéi hien drëm biedelt, stierwen ze däerfen, do gëtt em dëse Wonsch refuséiert.

D'Musekgrupp Metallica huet Zeenen aus dem Film fir hiren éischte Musekvideo One gebraucht.

Enn vum 19. an uganks vum 20. Joerhonnert gouf versicht mam Opruff Johnny get your gun jonk US-Amerikaner fir de Militärdéngscht ze begeeschteren. De Filmtitel Johnny got his gun weist nom Motto Dat huet en elo dovun, wat den naive Wonsch sech eng déidlech Waff ze huelen als Konsequenzen huet.

D'Virlag vum Dalton Trumbo ass ënner dem Titel Johnny zieht in den Krieg. Es ist der entsetzlichste, erschütterndste Protest, der jemals gegen den Krieg erhoben wurde 1985 beim Eichborn Verlag erauskomm.




#Article 66: Patrizier (194 words)


DPatrizier waren d'Uewerschicht am antike Roum. Si koumen aus Famillje mat berüümten oder aflossräiche Virfahren. D'Wuert Patrizier (patricius) kënnt vum laténgesche pater (Papp). D'Patrizier hu fir sech an Usproch geholl, d'Nofollger vun de Grënner vu Roum ze sinn.

Wärend der fréier réimescher Republik waren d'Bestiednisser tëscht Patrizier a Plebejer, dem gewéinleche Vollek, verbueden. Och den Handel war strikt getrennt. No a no hu sech dës Restriktiounen opgelockert, an d'Patrizier an d'Plebejer hunn dnobilitas, déi nei Führungsschicht vu Roum gebilt.

D'politesch Fraktioun vun de Patrizier war meeschtens dOptimates. Mä et konnt och emol virkommen, datt si hiert Gléck bei de Populares probéiert hunn. Dat berüümtst Beispill heifir ass den Julius Cäsar.

Bekannt Patrizierfamilljen, aus deene vill Konsulen an aner héich Beamte koumen, waren zum Beispill d'Cornelier, Valerier, Julier, Claudier, Aemilier, Fabier a Iunier.

Am spéidere Réimesche Räich huet de Keeser Konstantin de Groussen den Titel Patrizier als Éierentitel nees agefouert. Um Enn vum 5. Joerhonnert waren d'Patrizier déijeeneg, déi d'Muecht hanner dem Keesertroun haten, wéi zum Beispill de Stichilo, den Aetius oder de Ricimer.

Nach am Mëttelalter gouf et Patrizierfamiljen, déi am Hellege Réimesche Räich, an Italien an a Frankräich an d'gesellschaftlech Uewerschicht gebilt hunn.




#Article 67: Julier (310 words)


DJulier oder Iulier (Iulii) waren eng renomméiert Patrizierfamill am réimesche Räich, a si koumen aus Alba Longa.

D'gens Julia, oder d'Julier aus Alba Longa hunn hiren Numm vum mythologesche Iulus ofgeleet, e Jong vum trojaneschen Held Aeneas, de Grënner an éischte Kinnek vun Alba Longa. Iwwer den Aeneas, de Jong vun der Venus hu sech d'Julier dann och eng gëttlech Ofstamung ginn. Dëse Punkt gëtt besonnesch vum Julius Cäsar betount.

D'gens Julia waren zwar net räich, mä hunn awer zu de renomméierte Famillje vu Roum gezielt, obschonn nëmme wéineg Memberen an d'Politik gaange sinn: wärend der réimescher Republik, am 5. Joerhonnert v. Chr. fënnt een dacks den Numm Iulius an de Lëschte vun de Konsulen, mä dës Lëschte sinn ëmstridden. 451 war ee gewëssene Gaius Iulius Iullus Member vun den Decemviri, déi de Staat verännert hunn. Fir follgend Joerhonnerte sinn nëmmen zwee Konsule nogewisen, fir d'Joren 267 an 157. Verschidde Familljemembere ware Konsul oder Censor.

Zu de bekanntste Vertrieder vun der gens Julia zielt ouni Zweiwel de Julius Cäsar. Mat sengem Doud verschwënnt déi direkt Linn vun de Julier, mä d'Famill bleift bestoen.

Mam Augustus an der julesch-claudianescher Dynastie lieft den Numm Julius weider. Mä och eng grouss Partie vu fräigeloossene Gefaangene vum Cäsar an hir Nokommen hu Gentilnomen Iulius däerfen unhuelen. Sou fanne sech dann och bis an d'4. Joerhonnert eng gutt Parti Riedner a Schrëftsteller mat deem Numm.

Den Augustus gouf duerch Adoptioun dem Caesar säi Jong an koum domat och an d'julianesch Famill. Hie war de Grënner vun der julio-claudescher Dynastie déi bis 68 regéiert huet.

Den Duebelnumm kënnt engersäits vu Iulius duerch den Augustus an vu Claudius, der Livia Drusilla hirem éischte Mann (Tiberius Claudius Nero) säi Familljennumm.

Hautdesdaags gëtt den Numm Julius als Virnumm benotzt. De Mount Juli, geneesou wéi de Julianesche Kalenner komme vum Numm Julius. Ausserdeem gëtt et de Julierpass an d'Julesch Alpen.




#Article 68: Troja (2222 words)


Troia oder Troja (gr.: Τροία, Τροίη; lat.: Troia, Ilium; tierk.: Truva, an den Altertumswëssenschafte gëtt de lat. Numm benotzt) war eng antik Stad an der Landschaft Troas am Nordweste vun der haiteger Tierkei um Hellespont an der Provënz Çanakkale.

Hisarlık ass den tierkeschen Numm vun engem 15 Meter héijen Hiwwel. D'Stad, déi un den Dardanellen louch, huet den Zougank zum Schwaarze Mier kontrolléiert. D'Schëffer konnten deemools nach net géint de Wand kräizen, also hu si am Hafe vun der Festung op de gënschtege Wand gewaart. Hire Weezoll, d'Lotsen- a Schutzsteieren hunn der Stad Räichtum bruecht. Grouss Berüümtheet krut Troja an der Antiquitéit duerch d'Dichtung Ilias vum Homer, deen hei de legendären Trojanesche Krich beschriwwen huet. Nach an der Spéitantiquitéit gouf d'Plaz mat hire legendären Helden am Réimesche Räich héich veréiert. Mam Ufank vum Mëttelalter gouf Troja a seng Lag vergiess.

Opgrond vun de Resultater vun den Ausgruewunge vun de leschte Joren, ass bei de Fachleit haut onbestridden, datt Troja d'Bühn fir den Trojanesche Krich war, dee vum Homer beschriwwe gouf. Beim Homer heescht d'Plaz virun allem Ilion oder Ilios (gr.: Ἴλιον, Ἴλιος).

Der Legend no war den Dardanos de Grënner vun der Dynastie vun de Kinneke vun Troja. Hien ass virun der Sintflut geflücht, an huet a Phrygien beim Kinnek Teukros Asyl kritt. Nom Doud vum Teukros war hien den eenzegen Ierwen, andeems hie sech mat der Bateia, der Duechter vum Teukros, bestuet huet. Verschidden alen Traditiounen no koum den Dardanos aus dem ale Stamm vun den Dardanier um Balkan (am aktuelle Kosovo). Den Numm Dardanier gouf op allefall benotzt, fir d'Trojaner selwer ze beschreiwen.

Den Tros, en Enkel oder Urenkel vum Dardanos, war den eponymen Heros vun Troas a vun Troja. D'Stad selwer gouf vu sengem Jong, dem Ilos (och Ilion) gegrënnt.

De Laomedon, de Jong vum Ilos, ass no him op den Troun komm. De Poseidon an den Apollo, déi vum Zeus gestrooft goufen, hu fir dëse grausame Kinnek d'Mauere vun Troja gebaut, mä goufe vum Kinnek net bezuelt, wéi hien et versprach hat. De Laomedon huet souguer gesot, hie géif hinnen d'Oueren erofschneiden. D'Gëtter hu sech gerächt. Den Apollo huet eng Peschtepidemie op Troja lassgelooss, an de Poseidon huet engem Monster aus dem Mier den Uerder ginn, d'Awunner ze friessen, an d'Felder duerch Mierwaasser ze zerstéieren.

D'Orakel vum Zeus-Amun huet dem Laomedon geroden, seng Duechter Hesione z'afferen, a si um Ufer ze loossen, fir datt d'Monster aus dem Mier si friesse kéint.

Sou huet den Herakles, deen zesumme mam Iason op der Sich nom Gëllene Vlies a Kolchis gereest war, d'Hesione um Ufer vun Troja fonnt, komplett plakeg an nëmme mat hire Bijoue bekleet. Den Herakles huet d'Kette gesprengt, an ugebueden, d'Monster ëmzebréngen, wann hien déi zwee onstierflech Päerd géif kréien, déi den Zeus dem Laomedon fir d'Entféierung vum Ganymed geschenkt hat.

D'Trojaner hunn doropshin eng héich Mauer e bëssen ewech vun der Küst gebaut. Wéi d'Monster un der Mauer ukomm ass, huet et seng grouss Schnëss opgerappt, an den Herakles ass an den Hals vum Monster gesprongen. No dräi Deeg koum hien als Gewënner aus dem Bauch vum Monster eraus, mä hat all seng Hoer verluer. De Laomedon soll den Herakles doropshin ugeschass hunn, an him amplaz vun den onstierfleche Päerd zwee ganz normal Päerd ginn hunn. Den Herakles huet sech voller Roserei op sengem Schëff dovugemaach, an huet Troja de Krich versprach.

Den Herakles huet zu Tiryns Zaldote rekrutéiert, a Schëffer prett gemaach ; zu sengem Alliéierten hunn de Iolaos, den Telamon, de Peleus, den Oekles vun Argos an den Deimachos vu Böotien gezielt.

Den Herakles ass virun Troja gelant, an huet d'Schëffer dem Oekles iwwerloss. De Laomedon huet d'Vollek op d'Schëffer geschéckt, fir dëi ze verbrennen, mä den Oekles huet bis zu sengem leschten Otemzuch duerchgehalen, an de Schëffer erlaabt, nees op d'Mier erauszefueren. Dem Telamon ass et gelongen, e Lach an d'Mauer ze schloen, an an d'Stad eranzekommen. Den Herakles huet de Laomedon, an all seng Jongen, bis op de jonke Podarkes ëmbruecht. D'Hesione gouf dem Telamon geschenkt, an duerft e Prisonéier vun hirer Wal fräikafen. Si huet sech fir hire jonke Brudder Podarkes entscheet. Dee gouf vun elo u Priamos genannt, wat sou vill heescht wéi zréckkaaft.

Nodeem hien d'Stad néiergebrannt hat, ass den Herakles nees fortgezunn, an huet de Priamos um Troun gelooss.

D'legendär Geschicht vum Krich tëscht de Griichen an Troja ass d'Thema vun der Ilias vum Homer, vun den Epen aus dem Trojaneschen Zyklus a vun der Aeneis vum Virgil.

Den Ursprong vum Trojanesche Krich war d'Entféierung vun der schéiner Helena, der Fra vum Menelaos, Kinnek vu Sparta, duerch de Paris. Fir d'Trojaner ze bestrofen, hu sech d'griichesch Kinneken zesummegedo, an hunn d'Stad zéng Joer laang belagert. Duerch en Trick vum Odysseus, mam Trojanesche Päerd, konnte si an d'Stad erakommen, a se plëmmen.

Den 9. August 1868 koum den däitschen Händler an Hobby-Archeolog Heinrich Schliemann op de Plateau vun der Troas. Och hie war op der Sich nom legendären Troja, an huet fir d'éischt ënner dem Hiwwel Balli Dağ, opgrond vun enger Thees vum Jean-Baptiste LeChevalier (1791), gesicht. De Schliemann a seng fënnef Aarbechter konnten hei awer näischt fannen, a sou wollt hien nees zréckreesen. Hien huet allerdéngs säi Schëff verpasst, an huet dobäi zoufälleg de Frank Calvert kennegeléiert, deen him erlaabt huet, a sengem Haus d'Nuecht ze verbréngen. De Calvert konnt de Schliemann mat senger Iwwerzeegung begeeschteren, datt ënner dem Hiwwel vun Hisarlık d'Ruine vum legendären Troja misste sinn. De Schliemann huet, och wann et dacks anescht erzielt gëtt, ni bestridden, datt hien de wichtegsten Hiwäis vum Calvert kritt hat.

Schonn de Schliemann huet geschriwwen, datt den Auteur vun der Ilias eng grouss dichteresch Fräiheet (Iwwerdreiwung) hat, an hie war sech och bewosst, datt hien net déi ganz Stad, mä nëmmen „die Pergamos [Burg] der Stadt“ [Troja] ausgegruewen huet.

Wéi weider Ausgruewungen erginn hunn, war Troja vun der fréier Bronzezäit (zirka 3000 v. Chr.) bis an d'Spéitantiquitéit bewunnt. Et goufen souguer Spuere fonnt, déi weisen, datt d'Gebitt nach méi fréi bewunnt war, an déi bis an d'5. Joerdausend v. Chr. zréckginn. Mam Chrëschtentum huet d'Bedeitung vun der Stad, déi hir trojanesch Helden aus de Legende veréiert huet, ofgeholl. Den Afall vun de Goten am Joer 276 huet d'Stad nach zimmlech gutt iwwerstanen, d'Gebitt gouf awer no Äerdbiewen um Enn vum 5. Joerhonnert verlooss.

Bis haut goufe méi wéi 10 Stratigraphien (Wunnschichten/Bauschichten) entdeckt (Troja I - Troja X), déi nees an iwwer 40 Feinschichten ënnerdeelt ginn. Dobäi zielen - vereinfacht ausgedréckt - Troja I (2950–2250 v. Chr.) an II (2550–2200) zu der fréier, Troja III-V (2200–1700) zu der mëttlerer, an Troja VI-VIIa (1700–1200) zu der spéider Bronzezäit. Troja VIIb (1200–1000) gehéiert zu der fréier Eisenzäit. Troja VIII an IX datéieren an d'Zäit vum 8. Joerhonnert v. Chr. bis an d'réimesch Zäit, Troja X, e byzantinesche Bëschofssëtz geet bis an d'fréit Mëttelalter.

Troja I louch nach direkt op der Plage. D'Zitadell Troja II hat eng Fläch vun zirka 9000 m² (véier Brandkatastrophen), vun Troja IV un huet sech d'Fläch verduebelt, Troja VI hat sech no Süden an Osten op zirka 50.000 m² vergréissert (d'Ënnerstad net matgerechent). Déi vum Auteur vun der Ilias beschriwwe Festung kéint mat Troja VI identesch sinn (no anerer Usiicht mat Troja VIIa), wat um Enn vum 13. an Ufank vum 12. Joerhonnert v. Chr. ënnergaangen ass. Dobäi ass net sécher, op en Äerdbiewen oder eng Eruewerung Schold um Ënnergang war. 

Ob och den Trojanesche Krich en historesche Kär huet, ass nach ëmmer net wierklech kloer. D'Lag vun der Stad Troja gëtt an der Dichtung Ilias vum Homer kloer beschriwwen: d'Dardanellen ginn ernimmt, den héchste Bierg ass den Ida (Kazdagi), an et ginn zwéi Flëss ernimmt, de Skamandros (haut Karamanderes), an de Simois, déi bei Troja annenaner lafen, an duerno weider op den Hellespont fléissen. Et gëtt och vun den Inselen Tenedos (haut Bozcaada) an Imroz (Gökçeada) erzielt. Déi haiteg archeologesch Flächen ëmfaassen nëmmen d'Festung vun Troja. Mat zimmlecher Sécherheet gouf et och e groussen Deel vun der Stad baussent de Befestegungen.

De Schliemann huet dat imposant Troja II aus der fréier Bronzezäit fir dat homerescht Troja gehalen. Hie war deemools der - falscher - Meenung, datt dës Stad zäitgläich mat Mykene an Tiryns war. Den Dörpfeld huet déi 6. Wunnschicht (Troja VI) fir dat homerescht Troja gehalen. D'Schicht VIh ass ëm 1300 v. Chr. awer warscheinlech duerch e staarkt Äerdbiewen zerstéiert ginn. Dofir ass de Carl Blegen dovun ausgaangen, datt Troja VIIa dat homerescht Troja aus der Ilias war. Dës Thees fënnt de meeschten Zousproch. No neie Keramikënnersichungen gëtt dat warscheinlech gewaltsamt Enn vun Troia op zirka 1200 v. Chr. datéiert. Dat passt gutt zu de meeschten Datéierunge vum Trojanesche Krich duerch antik Auteuren. Als Kandidat fir d'Ilion vum Homer muss een awer och Troja VIIb1 a Betruecht zéien. Nieft dem Festhale vun den Traditioune vun Troja VI an VIIa kommen hei och nei Elementer op de Plang, zum Beispill déi sougenanntn Handmade Ware, déi op eng deelweis verännert Bevëlkerung schléisse léisst. Dat passt besser zu den Informatioune vum Homer. Och d'muechtpolitesch Verhältnesser a Klengasien, wéi den Homer se beschreift, passe gutt an dës Zäit. D'mykenesch Kultur hat am 12. an 11. Joerhonnert v. Chr. weiderbestanen. Och Handel a Séifaart goufe weider bedriwwen. E Krich vun den Achäer géint Troja géif gutt an d'12. Joerhonnert v. Chr. passen. Dogéint hätt en Zuch géint Troja am 14. oder 13. Joerhonnert v. Chr. wuel d'Hethiter op de Plang geruff, wat an hethitesche Schrëften ze fanne wier.

Mä och an dësem Punkt bleift villes ongeklärt. D'Fro, wéi wäit een den Homer tatsächlech als Quell fir historesch Evenementer vun der spéider Bronzezäit benotze kann, an ob et dann elo zu engem trojanesche Krich komm ass, kënnen hei net wierklech behandelt ginn. Op jiddwer Fall hunn d'Theorië vun der Gräzistik zum Hexameter, an zum Entstoe vum Epos, wéi se am Moment vum Joachim Latacz iwwerzeegend virgedroe ginn, an den neisten Ausgruewungsresultater eng Stäip fonnt.

Troja ass mat grousser Warscheinlechkeet identesch mat der Stad Wilusa (= (W)Ilios), déi an hethitesche Quellen ernimmt gëtt, wat duerch d'Gruewunge vum tübinger Archeolog Manfred Korfmann bestäerkt ginn ass. Sou gouf am Ausgruewungsberäich vun Troja eng ënnerierdesch Quellen-Anlag fonnt, déi an allen Eenzelheete mat der Beschreiwung vun enger Quell an der Stad Wilusa am sougenannten Alaksandu-Vertrag iwwereneestëmmt.

Fir d'klassesch Philologie ass zur Zäit de Latacz de wichtegsten Numm fir d'Historizitéit vun den homereschen Epen an och d'Verbindung mat dem Korfmannschen Troja. Weder an der hethitescher, nach an der griichesch-réimescher schrëftlecher Iwwerliwwerung loosse sech eendeiteg Beweiser fir eng Identitéit vun Hisarlık mam homereschen Troja fannen, dat selwecht gëllt fir Wilusa.

D'Ënnersichungen hu sech haaptsächlech op d'Akropolis vun Troja beschränkt, d'Uewerstad. Dëst huet sech 1988 mat engem internationalen Team ronderëm den Tübinger Prehistoriker Manfred Korfmann geännert. Mat der Hëllef vum Geophysiker Helmut Becker gouf 1992 duerch Geomagnetik-Miessungen eng grouss Ënnerstad ënner der Akropolis entdeckt. Zanterhier gouf bei den aktuellen Ausgruewunge vum Korfmann a sengem Team (zanter sengem Doud 2005 elo ënner der Leedung vum Ernst Pernicka) och verstärkt d'Ënnerstad erfuerscht. D'real Gréisst vun Troja ass domat an den Zentrum vun den Diskussioune geréckelt. Dem Korfmann seng Theesen iwwer d'Bedeitung vun Troja sinn an der Fuerschung zanter 2001 op Widderstand gestouss, an hunn zu enger grousser Diskussioun bei den däitschen Altertumswëssenschaftler gefouert.

Am Kär kreest dës Troja-Debatt, den „neue Streit um Troja“ ëm déi tatsächlech Gréisst a Bedeitung vum Troja an der spéider Bronzezäit. Wärend de Korfmann an Troja en iwwerregionalt Handelszentrum gesinn huet, hunn aner Alhistoriker an Archeologen d'Stad nëmmen als mëttelméisseg wichteg gesinn. De Protagonist vun dëser Grupp ass dem Korfmann säin fréieren Tübinger Kolleeg, den Alhistoriker Frank Kolb, deen och selwer an der Tierkei gegruewen huet. Den Haaptvirworf un de Korfmann a seng akadeemesch Matstreider besteet an enger Vernoléissegung vu wëssenschaftlecher Virsiicht. Zanter dem Ufank vum Troja-Sträit huet de Korfmann verschiddener vu senge Gruewungsinterpretatiounen zréckgezunn, an ass den Argumenter vun der Géigesäit e Stéck entgéint komm. Un der Gesamtinterpretatioun hält d'Team ronderëm de Korfmann a seng Nofollger allerdéngs fest. Eng eendeiteg Entscheedung konnt d'Ausernanersetzung och op engem wëssenschaftleche Symposium zu Tübingen am Fréijoer 2002 net bréngen.

D'Korfmann-Positioun charakteriséiert haut d'Troia-Bild vun der interesséierter Ëffentlechkeet. Den ëffentleche Sträit huet sech zanter 2004 ë bësse berouegt. Nom Doud vum Manfred Korfmann am August 2005 gouf den Tübinger Archeometallurg Ernst Pernicka mat der wëssenschaftlecher Leedung vum Troja-Projet betraut. Fir d'Fortféierung vun der Aarbecht zu Troja am Summer 2006 krut hie vun der tierkescher Antikendirektioun d'Lizenz. erdeelt. D'Ausgruewungsserie vun 18 Joer soll elo zu engem wëssenschaftlechen Ofschloss bruecht ginn. An engem beschränkten Ëmfang sollen och duerno d'Froen zu der bronzezäitlecher Stadbefestegung weider ënnersicht ginn. Ausserdeem erfuerderen d'Pfleg, d'Konservéierung an d'Presentatioun vun der UNESCO-Weltkulturierfschaft Troja (1998) e groussen Opwand. Schliisslech soll nach e Musée virun den Diere vun Troja gebaut ginn.

De Geoarcheolog Eberhard Zangger huet a sengem Buch Atlantis - Eine Legende wird entziffert, wat 1992 erauskomm ass, d'Hypothees vertrueden, dem Platon säin Atlantis hätt archeologesch noweisbar Charakteristike mam historeschen Troja, a wier domat dat vun de Griichen zerstéiert Troja gewiescht.

Wéinst dem Numm vun der fréierer Colonia Ulpia Traiana, hu sech bis an d'Mëttelalter och d'Nimm Troia Minor (Kleng-Troia) an Troia Francorum (fränkescht Troia) fir Xanten entwéckelt. Ëm 1100 huet d'Annolidd vun der Grënnung vu Xanten duerch d'Trojaner, déi am Trojanesche Krich verluer haten, erzielt:

Nach wéi Xanten 1444 un d'Herzogtum Kleve gefall ass, goufe schonn am selwechte Joer Mënze mat der Opschrëft „Joannes Troianorum Rex“ (Johannes, Kinnek vun den Troianer) geklappt.




#Article 69: Victory (109 words)


De Victory war e Kino am Garer Quartier an der Stad.

Den 18. August 1917 huet de Pierre Dornseiffer de Kino, deemools als Kino-Palace, mat 700 Sëtzplazen opgemaach. Et war den éischte Kino dee seng Dieren an der Stad opgemaach hat. E stoung zimmlech am Ufank vun der Bouneweger-Strooss, tëscht der Aler Avenue (avenue de la Gare) an der Wallis-Plaz.

Den Isidore Thill huet de Kino nom Zweete Weltkrich iwwerholl, an de Sall 1947 a Victory ëmgedeeft.
 
An den 1950er Jore war de Victory den Tempel vum däitsche Film an der Stad.

Den 2. Juli 1992 huet de Victory definitiv seng Dieren zougemaach mat dem amerikanesche Film Reanimator 2.




#Article 70: Roger Manderscheid (233 words)


De Roger Manderscheid, gebuer den 1. Mäerz 1933 zu Izeg, a gestuerwen den 1. Juni 2010 war e lëtzebuergesche Schrëftsteller. Hien huet op Däitsch a Lëtzebuergesch Romaner, Gedichter, Theaterstécker, Lauschterspiller, Dréibicher an Erzielunge geschriwwen a war och als Zeechner aktiv.

Bekannt gouf e virun allem fir säin Dréibuch vu Stille Tage in Luxemburg (1973), e Portrait vun der Stad Lëtzebuerg, an deem e mat kriteschen an ironesche Commentairen net gespuert huet an dat dofir fir munnech Kritik gesuergt huet, a fir seng Romantrilogie Schacko Klak - De Papagei um Käschtebam - Feier a Flam (1988-1995), eng Zort Bildungsroman-Serie, an där d'Kandheet an d'Jugend vum Haaptpersonnage Christian Knapp erzielt gëtt, an déi munnech autobiographesch Elementer opweist.

Vun 1946-1952 goung de Roger Manderscheid an de Stater Kolléisch, an no sengem Premièresexamen war hien dräi Méint laang Stagiaire als Schoulmeeschter. Vun 1953-1956 war hie Reserve-Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi a vun 1956-1973 Fonctionnaire bei der Eisebunn, dunn um Ministère du Travail. Tëscht 1973 an 1993 war hie Fonctionnaire um Ministère de la Culture.

De Roger Manderscheid war Member vum däitsche PEN-Club an Éierepresident vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV). 2000 war hien ee vun de Matgrënner vun den Éditions Ultimomondo.

No sengem Doud krut de Passage nieft dem Kapuzinertheater, deen d'Theaterplaz mat der Kapuzinerstrooss verbënnt, den Numm Passage Roger Manderscheid. Zu Izeg dréit zanter dem Mee 2013 eng Plaz dem Roger Manderscheid säin Numm.

Kuckt och: Bibliographie BNL 




#Article 71: Ciné de la Cour (201 words)


De Ciné de la Cour war e Kino an der Stad Lëtzebuerg. E stoung hanner dem Palais an der Waassergaass. En ass de 27. Oktober 1917 opgaangen ënner dem Numm Palast Theater Medinger. Am Joer 1922 ass en a Ciné de la Cour ëmgedeeft ginn.

Am Zweete Weltkrich ware franséisch Nimm verbueden an dunn ass den Numm a Kammerlichtspiele ëmgewandelt ginn. Nom Krich war et dann erëm de Ciné de la Cour.

An den 1950er a -60er Jore war de Cour bei de Studente beléift, well et dunn deen eenzege Kino an der Stad war, deen an der Mëttesstonn eng Virstellung hat.

An de leschte Jore sinn am Cour nach just Reprisen a Sexfilmer gespillt ginn.

Den 30. Abrëll 1971 huet de Ciné de la Cour seng Diere fir ëmmer zougemaach. Nodeem d'Gebai e puer Joer eidel stoung, ass et ofgerappt ginn. Um neie Gebai ass e Kapp aus Steen ze gesinn, dee fréier an der Fassade vum Kino war.

Architekt vum Ciné de la Cour war de Kënschtler Mathias Martin, deen och d'Händschefabrik Reinhard, den Hotel Carlton an e puer schéi Villaen an herrschaftlech Haiser (meeschtens am Jugendstil), an der Stad, zu Hollerech, um Belair an am Gronn, entworf huet.




#Article 72: The Yank (130 words)


De Kino The Yank ass, sou wäit wéi bekannt, am Joer 1928 an der rue de la Grève beim Rousegäertchen zu Lëtzebuerg opgaangen. Säin éischten Numm war L'Écran. D'Gebai gouf - als eent vun den éischte kubistesche Gebaier zu Lëtzebuerg - no de Pläng vun den Architekten Léon Leclerc a Pierre Graach gebaut.

Am Zweete Weltkrich gouf en a Corso Lichtspiele ëmgedeeft. Duerno krut en den Numm The Yank, als Unerkennung un d'amerikanesch Befreier vum Zweete Weltkrich.

An de 60er an 70er Jore sinn am Yank haaptsächlech B-Moviee gewise ginn, wéi amerikanesch Western, italieenesch Sandalefilmer a méi spéit Italo-Western, net ze vergiessen engleschsproocheg an italieenesch Horrorfilmer.

Den 21. Februar 1980 koum dunn de leschte Kinosdag fir de Yank.

D'Gebai gouf an de Joren duerno ofgerappt a mat engem Bürosgebai ersat.




#Article 73: Kino Capitole (204 words)


De Kino Capitole war e fréiere Kino an der Aler Avenue an der Stad Lëtzebuerg.

De Ciné Capitole huet den 28. Mäerz 1931 seng Dieren opgemaach mam Film Die Drei von der Tankstelle vun 1930 vum däitsche Regisseur Wilhelm Thiele. Proprietär war de Georges Reckinger.

De Kino war ee vun deenen éischten zu Lëtzebuerg, déi Tounfilmer konnte weisen. Am Mee 1953 gouf den éischten dräidimensionale oder 3D-Film, am Natural Vision Procedé, mam Titel Bvana le diable, opgeféiert. D'Zuschauer kruten dofir e Spezialbrëll virun der Séance ausgedeelt.

De 15. Mee 1969 ass am Capitole fir d'lescht e Film gewise ginn.

Den Architekt Jean Mackel hat déi éischt Pläng fir de Kino gezeechent; gebaut gouf en awer vum Mathias Martin. Et war e grousse Sall mat Parquet, Première a Balcon. En hat 800 Sëtzplazen.

De Kino ass 1947 vum Etienne Gallowich renovéiert ginn an hat duerno 694 Sëtzplazen.

An d'Hasteng vun der Fassad waren als Symboler en Har, Wellen a Blëtzer mat de Wierder Vox a Lux geklappt gi fir drop hinzeweisen, datt am Kino Tounfilmer gewise goufen. Dobäi stinn och nach d'Buschtawen WE, als Referenz un déi amerikanesch Elektrotechnik-Firma Western Electric déi sengerzäit d'Akustik am Capitole zu enger vun de beschten an Europa qualifizéiert hat.




#Article 74: Ciné Cité (264 words)


De Ciné Cité war e fréiere Kino an der Lantergässel (Rue Génistre) an der Stad Lëtzebuerg.

De Ciné Cité ass am Joer 1957 op Initiativ vum Notaire Charles Michels zesumme mat de Kinopionéier Louis Freising (Direkter vum Ciné Marivaux) an Isidore Thill (Direkter vum Ciné Victory an The Yank) gebaut ginn. En hat Plaz fir 760 Zuschauer. Architekt vum Gebai war de Robert Lentz.

De Kino huet den 23. Oktober 1958 ugefaangen, Filmer ze weisen. Als éischte Film gouf The Bridge on the River Kwai vum David Lean mam Alec Guiness an der Haaptroll gespillt. No enger Ëmännerung si vun 1963 un och Filmer a 70 mm am Cité gewise ginn, den éischten dovu war de Film Cleopatra vum Joseph L. Mankiewicz mat der Liz Taylor a Richard Burton an den Haaptrollen.

De 27. November 1997 ass de Cité zougemaach ginn. D'Stad Lëtzebuerg huet d'Gebai am Joer 1998 fir 180 Mio Frang kaaft.

Et koum duerno nach e wéineg Liewen an de Sall, wéi d'Bedreiwer vun de Kinoen Utopia an Utopolis knapps 4 Joer, tëscht dem 8. Abrëll 2000 an dem 29. Januar 2004, Filmer am Cité gewisen hunn, bis d'Plange fir den Ëmbau zum neien Espace culturel Cité, engem Kulturzenter, fäerdeg waren. Dee leschte Film, deen den 29. Januar 2004 gewise gouf war Après vous vum Pierre Salvadori.

D'Gebai, gouf komplett ëmgebaut. Zanter dem 26. September 2008 ass d'Bibliothéik vun der Stad Lëtzebuerg dran amenagéiert. De 15. Januar 2010 hunn och déi iewescht Stäck vum Gebai hir nei Funktioun iwwerholl. Et sinn dëst d'Boule (e Konferenzsall) an eng Lounge mat Bar a Restaurant.




#Article 75: Europe (Kino) (131 words)


Den Europe war e Kino op der Garerplaz an der Stad Lëtzebuerg. De Kinossall war am Gebai vum Hotel Eldorado integréiert. D'Gebai gouf vun den Architekten Arthur Thill an Armand Theisen entworf.

Den 23. Dezember 1963 huet den Europe direkt nieft dem Eldorado seng Dieren opgemaach. Et war e flotte Sall mat 442 Plazen an enger Ariichtung fir 70 mm Filmer a Stereotoun ze spillen.

Den éischte Film de gewise gouf war dem David Lean säi Lawrence of Arabia a 70 mm mat dem Peter O'Toole an der Haaptroll. Direkt duerno koum en Dokumentarfilm a 70 mm an den Europe, de Flying Clipper - Traumreise unter weissen Segeln. Den Europe huet an enger éischter Zäit versicht, spektakulär Filmer ze weisen déi op deem deemools gréissten Ecran an der Stad gutt erauskoumen.




#Article 76: Februar (184 words)


De Februar (Spierkel) ass den zweete Mount am Gregorianesche Kalenner. Normalerweis huet hien 28 Deeg, an engem Schaltjoer sinn et der 29. Et ass awer och dräimol an der Geschicht virkomm, datt et en 30. Februar gouf.

Den Numm kënnt vum Laténgesche (mensis) februarius Rengegungsmount a bezeechent de leschte Mount am alréimesche Joer an deem senger zweeter Hallschent Rengegungs- a Sühneaffer fir déi Lieweg an déi Doudeg gemaach gi sinn (vgl. och: lat. februare = rengegen, februum = Rengegungsmëttel).

D'Bezeechnung Spierkel am ale lëtzebuergesche Kalenner kënnt vu Spierk, der Méizuel vu Spuerk, wat näischt anescht wéi e Bam- oder Zantstomp ass - eng Form wéi se och d'Äiszapfen hunn, déi een an deem Mount dacks un den Diech oder u Fielse fënnt.

Den alen däitschen Numm ass Hornung, Sporkel oder Schmelzmond. De Begrëff Hornung huet laut Duden Baaschtert bedeit a sech dorop bezunn dat de Februar de kierzte Mount am Joer war, also gewëssermoossen de Stoussnéckel.

Well de Februar de leschte Mount am Réimesche Kalenner war, war et Brauch, een oder zwéi Schaltdeeg bäizehänken. Dëse Brauch gouf vum julianeschen a vum Gregorianesche Kalenner iwwerholl.




#Article 77: Juni (109 words)


De Juni (Broochmount) ass de sechste Mount am Gregorianesche Kalenner. Et ass och den éischte Mount vum Summer.

Den Numm kënnt aus dem laténgesche junius, an de Mount war zu Éiere vun der réimescher Gëttin Juno, der Fra vum Jupiter benannt.

D'Bezeechnung Broochmount am ale lëtzebuergesche Kalenner geet op de mëttelalterleche Flouerzwang zréck, no deem d'Baueren Aarbechte wéi d'Plouen, d'Séien oder de Karschnatz all zesummen zu enger bestëmmter Zäit hu missen ufänken, fir datt keen deem Anere queesch iwwer d'Feld fueren oder eppes klaue konnt. Am Broochmount huet also op de Wisen a Felder net däerfte geschafft ginn, se louche brooch bis zum Heemount oder nach duerno dem Karschnatz.




#Article 78: Gottlob Frick (178 words)


De Gottlob Frick, gebuer den 28. Juli 1906 zu Ölbronn, a gestuerwen den 18. August 1994 zu Mühlacker, war en däitsche Bass-Sänger.

De Gottlob Frick ass als jéngst vun 13 Kanner an engem Fierschterhaus opgewuess. Seng aussergewéinlech Bassstëmm ass fréi opgefall an hien huet 1927 am Chouer vun der Stuttgarter Staatsoper gesongen. Fir d'éischt als Solist stoung de Frick 1934 an der Roll vum Daland am Der fliegende Holländer op der Bün vum Landestheater vu Coburg. No e puer Emweeër zu Freiburg im Breisgau an zu Königsberg (Ostpreußen), wou de Karl Böhm de Sänger 1939 héiert an hien direkt engagéiert fir an d'Staatsoper op Dresden. Do sollt de Frick bis 1950 bleiwen, an all wichteg Bassrolle sangen: den Osmin, de Sarastro, de Rocco a seng léifst Roll, de Philipp den Zweeten an d'Wagner-Bassrollen.

Du goung et hin an hier: 1950 bis 1953 un der Städtischen Oper Berlin, 1957 bis 1967 als Gaascht un der Covent Garden Oper zu London. Dann 1960 bis 1964 séngt hien op de Bayreuther Festspiele de Pogner, den Hunding, den Hagen and de Fasolt.




#Article 79: Märchen (753 words)


E Märchen ass eng Prosaerzielung mat fantasteschen an iwwernatiirlechen Elementer.

D'Wuert kënnt aus dem alhéichdäitschen „mari“ (berüümt) an ass eng Diminutivform vum mëttelhéichdäitschen „maere“ (Noriicht).

D'Figure sinn am Allgemenge Feeën, Geeschter, Risen, Zwergen, Draachen déi Feier späizen, Déieren déi schwätzen, Geeschter déi alleguer hëllefen, datt dat Gutt gewënnt oder och alt emol net.

Märercher sinn zanter Joerhonnerten mëndlech iwwerliwwert ginn. Dat sinn d'Volleksmärercher, déi méi spéit gesammelt goufen an an där Form nach haut bekannt sinn. Donieft gëtt et d'Konschtmärercher, déi besonnesch an der däitscher Romantik beléift waren.

Den Italieener Giovanni Francesco Straparola mat senger Sammlung Le Piacevoli Notti (Déi ergëtzlech Nuechten). Iwwer dem Straparola säi Liewen ass sou gutt wéi näischt bekannt; hien ass warscheinlech zu Caravaggio gebuer, huet zu Padua studéiert, zu Venedeg gelieft an ass do géint 1558 gestuerwen.

Den Italieener Giambatista Basile 1575 bis 1632 mat Lo cunto de li Cunti (D'Mäerche vun der Märercher), dat 1634/37 posthum zu Neapel erauskoum, an dat méi spéit « Il Pentamerone » genannt gouf. Dat Buch ass ganz an neapolitaneschem Dialekt geschriwwen, also an der Sprooch vum Vollek. Fënnef Deeg laang zielt eng erfonnte Grupp all Dag zéng Geschichten, an dat an enger zimmlech gehäerzter Gaassesprooch.

De Pompeo Sarnelli 1649 bis 1724 koum aus Apulien, war Bëschof an huet säi „Posilechieata“ 1684 erausginn. Hei ass d'Rummhandlung eng Friess an enger Villa, wou vill giess a gedronk gëtt an dobäi vill erzielt gëtt.

De Charles Perrault 1628 bis 1703, e franséischen Auteur hat Recht studéiert mä zanter 1683 huet hie nëmmen nach geschriwwen. An der Querelle des Anciens et des Modernes, wou et dorëm gaangen ass, ob all Zäit a Vollek seng eege kulturell Héichleeschtunge fäerdeg brénge kann, oder ob d'Wäerter vun der Antiquitéit fir all Zäiten de Kompass fir all Kulture bleiwen, war de Perrault op der Säit vun de Modernen. An deemselwechte Joer, 1697 bréngt hie seng Mäerchesammlung eraus, dHistoires ou Contes du Temps passé, avec Moralitéz. De Perrault ass virsiichteg, hie bréngt d'Buch ënner dem Numm vu sengem zéng Joer ale Bouf eraus. Eréischt wéi et e grousse Succès war, huet hie sech dozou bekannt. An der Widmung, déi sech un d'Niess vum Kinnek riicht, ernimmt den Auteur, datt seng Geschichten all eng séier nëtzlech Moral hätten. A sengem Buch sinn néng Erzielungen, dovun aacht Volleksmärercher: La Belle au bois dormant (de Grimmbridder hiert Dornröschen), Le petit Chaperon rouge (d'Roudkäeppchen), Cendrillon (Aschenputtel). La Belle au bois dormant war schonn am Pentamerone ze fannen, do geet et awer e bësse méi däitlech hir: Dem Basile säi Prënz erléist och do d'Prinzessin, déi dovun Zwillingen op d'Welt setzt. Dem Perrault seng Geschichte bréngen et fäerdeg, datt vill Damme vum Haff sech dru ginn, fir och sou Geschichten ze schreiwen. Bis an dat uechzéngt Joerhonnert kommen nach eraus: 

Mat der Zäit huet déi naiv Wonnerwelt sech awer nëmme nach ëm sech selwer gedréit.

Den Antoine Galland huet géint 1700 déi orientalesch Erzielunge vun den Dausendaneng Nuecht entdeckt a se fräi iwwersat. Dovu waren eenzel Geschichte schonn a fréiere Joerhonnerte mëndlech an Europa geroden. Mä dat Wierk am Ganze war onbekannt. Dat war gelleg nei. No an no huet sech den Orientalismus a ganz Europa breetgemaach. De Ballet, d'Oper, de Roman a souguer d'Miwwelen an de Wunnengen hu sech der neier Moud ugepasst. Bis do onbekannt Gewierzer, Museksinstrumenter, Haremen, Sultanen a Sklavinne sinn op der Bün an am Buch opgedaucht.

Et ass de Christoph Martin Wieland, deen a sengem fréie Roman Die Abenteuer des Don Sylvio von Rosalva d'Konschtmäerche fir den däitsche Sproochraum erfënnt. Den Titelheld fënnt e Medaillon mat engem Fraeportrait. A scho mécht sech de Protagonist op de Wee fir d'Prinzessin (dovu geet hien aus) ze befreien. Dräi Heelmëttele sollen den Don Sylvio erëm an d'Realitéit bréngen: Geeschträich Gespréicher, d'Léift vun der 18 Joer aler schéiner Dona Felicia an d'Erzielung vun engem geckeg iwwerdréite Feeëmäerchen.

De Johann Wolfgang von Goethe huet dräi Märercher geschriwwen.

Eréischt 200 Joer no dem Sarnelli senger Posilecheata koumen an Italien nees Märercher op Pabeier. Mä des Kéier waren et net exotesch Geschichtercher fir en distinguéiert Bildungspublikum. De Carlo Collodi (eigentlech: Carlo Lorenzetti) huet seng Geschicht Le avventure di Pinocchio selwer geschriwwen. An hien huet sech un d'Leit vun der Strooss geriicht. Och d'Bild vun der Fee ass en anert wéi an de franséischen, hei ass et eng Fra, déi um Ufank vum Pinocchio als Sëschter an duerno als Mamm verstane gëtt.

De Pinocchio koum fir d'éischt am Collodi senger Kannerzäitschrëft Giornale dei Bambini eraus. Et ass dem iwwerzeegte Republikaner drëm gaangen, fir eppes géint den Analphabetismusze maachen. 




#Article 80: Dizzy Gillespie (172 words)


Den Dizzy Gillespie, gebuer den 21. Oktober 1917 zu Cheraw (South Carolina), a gestuerwen de 6. Januar 1993 zu Englewood am New Jersey, eigentlech John Birks Gillespie) war een US-amerikaneschen Jazzmuseker (Trompettist), Komponist, Sänger, Arrangeur a Bandleader.

Nodeem hien als Jugendleche mat Trombonn ugefaangen hat, ass e mat Zäit op Trompett emgeklommen.

Am Joer 1945 huet hie bei Guild seng éischt historesch Bebop-Placken opgeholl. E Joer méi spéit huet e säin eegenen Orchester mam Kenny Clarke, John Lewis, Milt Jackson, James Moody an John Coltrane. Mat deene Leit reest hien am Fréijoer 1948 duerch d'USA, Frankräich an d'Belsch. 1950 léist hie seng Band aus finanzielle Grënn op, a spillt beim Stan Kenton. Kuerz hannerenee spillt e mam Lalo Shifrin, Jose Mangual, Mogo Santamaria an anere Spezialiste vun der afro-kubanescher a latäinamerikanescher Musek. 1988 grënnt hien d'United Nation Orchestra, mat deem en die hallef Welt duerchsträift: Egypten, Marokko, an e bësse méi spéit Kanada an d'USA.

Mat dem Louis Armstrong ass en ee vun de Gigante vum Jazz (huet de Woody Herman gesot).




#Article 81: Chet Baker (353 words)


Den Chet Baker, gebuer als Chesney Henry Baker Jr. den 23. Dezember 1929 zu Yale am Oklahoma, a gestuerwen den 13. Mee 1988 zu Amsterdam, war en US-amerikaneschen Jazzmuseker (Trompettist, Bügelhornspiller, Sänger a Komponist).

Am Alter vun 10 Joer krut e vun sengem Papp, deen e grousse Bewonnerer vum Jack Teagarden war, eng Trombonn. De jonken Chet, begeeschtert vum Harry James, tauscht se a géint eng Trompett. Fir d'éischt spillt hien am Schoulorchester, da bei oppenen Danzconcerten. 1946 mellt e sech an d'Arméi an e flitt mat der 298ster Army Band op Berlin. 1948 gëtt en ausgemustert an hie studéiert Harmonie; owes spillt en a Nightclubs. Eng entäuschte Léift féiert de Baker 1950 erëm an d'Arméi. Ee Joer drop gëtt hien op Arizona stroofversat, an duerno aus psychiatresche Grënn an d'Zivilliewen zréckgestallt. 1952 ass hien zu Los Angeles a spillt no an no mat villen Jazzgréissten: mat dem Stan Getz, dem Charlie Parker, dann am Quartett vum Gerry Mulligan. Am Fréijoer 1953 geet hie beim Mulligan fort an e grënnt e Quartett. Op villen Plakke vun där Grupp ass de Baker als Sänger ze héieren. Am Hierscht 1955 ass hie mat sengem eegene Quartett oder Quintett ëmmer méi dacks op europäesche Bünen ze fannen.

Bis 1968 schléit hie sech zu Los Angeles méi schlecht wéi recht duerch; hie wëllt, mat Hëllef vu Methadon, vum Heroin ewegkommen. Zu San Francisco gëtt hie vun Dealer geschloen; hie kritt dat ennescht Gebéck gebrach an hie verléiert dobäi e puer Zänn. Dräi Joer laang schafft en all Dag 16 Stonnen op enger Bensinnspompel. Hie léiert lues a lues erëm Bügelhorn. Den Dizzy Gillespie hëlleft him hannescht op d'Bün.

Fir laanscht d'Drogen ze kommen, reest en erëm an Europa. Da kommen e puer Joer mat vill Hin an Hir, ville Musekpartner a ganz ville Plakkenopnamen.

Den 13. Mee 1988 fält den Chet Baker aus net geklärte Grënn (d'Zeitunge schreiwe vun Drogendealer) zu Amsterdam aus der Fënster vun engem Hotel. Hien ass direkt dout.

Den Chet Baker staamt musikalesch vum Miles Davis of. Seelen huet en Trompettist d'Gefill vum Elengsinn an der Trauer sou ergräifend mat engem Blosinstrument ausgedréckt.




#Article 82: Grock (311 words)


De Grock, gebuer als Charles Adrien Wettach den 10. Januar 1880 am Moulin de Loveresse an der Géigend vu Biel (Schwäiz) a gestuerwen de 14. Juli 1959 a senger Villa zu Imperia (Italien), war ee vun deene berüümtste Museksclownen.

Hien ass dat éischt Kand vum Jean-Adolphe Wettach an der Cécile Péquegnat, wat déi puer éischt Wochen iwwerlieft. Säi Papp huet zu Reconvillier als Auermécher geschafft. Seng Famill hält et net laang op der selwechter Plaz aus. Sou plënnere si fir d'éischt op Laneuveville, op Le Landeron, dann op Le Locle, wou de Papp e Bistro iwwerhëlt. Mä dat ass och net fir laang. De Papp geet zwee Joer bei Brandt  Cie (déi spéider Omega) schaffen an da keeft en e Restaurant an der Géigend vum Bielerséi, de Paradiesli. De jonken Adrien, dee kuerz virdrun den Optrëtt vun engem Wanderzirkus mat groussen Ae materlieft hat, trëtt am Paradiesli mat senger Schwëster op.

Hie spillt de Clown, den Héichseelakrobat a schonn de Musekclown. No der Faillite plënnert d'Famill nees weider. Den Adrien fänkt eng Léier un als Auermécher, mä domat ass et no e puer Wochen eriwwer. 1897 fiert en an Ungarn. Zwee Joer gëtt hien engem Adlege sengem Jong Franséischunterecht an da geet et op Budapest, wou en an engem Musekinstrumentebuttek léiert Pianoen ze stëmmen an ze flécken.

Op enger Tournee an Däitschland liest en eng Annonce, en Zirkus géif e jonke Mënsch sichen, dee Gei spillen a sprange ka fir eng musikalesch Clowns-Nummer. Hie mellt sech a gëtt ugeholl. No villem Hin an Hier fënnt hien e Clownpartner; de Brick, dee virdru mat dem spuenesche Clown Brock opgetruede war. De Wettach wollt sech awer net Brock nennen an huet no enger Alternativ gesicht. Sou kënnt et zum Numm Grock.

Tristan Rémy, Les clowns, 1945, Edition Bernard Grasset, Paräis (e Klassiker)
Tristan Rémy, Les clowns, 2002, Grasset, Paräis (en Nodrock vum viregen)




#Article 83: Muse (Museksgrupp) (170 words)


Muse ass eng englesch Rockgrupp, déi 1994 gegrënnt gouf.

Muse gouf a Südengland an der klenger Uertschaft Teignmouth gegrënnt, wou déi dräi Museker ze kennegeléiert hunn. Den Dominic Howard an de Matthew Bellamy hu sech scho vun hirer vireger Band Gothic Plague hier kannt. Si hunn duerno zesumme mam Christopher Wolstenholme d'Band Rocket Baby Dolls gegrënnt, déi spéider a Muse ëmgedeeft gouf. Hir éischt Optrëtter hate si an engem Boxring, deen hinnen als Bün an hirem Lycée gedéngt huet. Spéider hu si als Muse EP'en erausbruecht, déi e relativ grousse Succès haten. Uganks 1999 gounge si zréck an de Studio fir Showbiz opzehuelen. Domat ass Muse grouss erauskomm a si sinn op hir éischt Welttournée gaangen. No dëser laanger Tournée gounge si zréck an de Studio fir Origin of Symmetry opzehuelen. Bei hire Studiosessions waren ëmmer grouss Produzente bedeelegt, déi och scho fir Pink Floyd a Radiohead un de Reegler souzen. Dësen Album, dee gelueft gouf fir säi bombastesche Klang, huet Muse definitiv ob den Zenith vun de Rockbands bruecht.




#Article 84: Astronomie (200 words)


Astronomie ass e Begrëff fir déi Branche vun den Naturwëssenschaften, déi sech mat der Erfuerschung vum Universum ofginn, dat heescht, mat der Verdeelung a Beweegung, de physikaleschen Eegenschaften an Zoustänn, dem Entstoen, der Entwécklung an der Zesummesetzung vun der Matière am Weltraum a mat der Entwécklung an de Strukture vum Kosmos am grousse Ganzen. D'Astronomie ass déi eelst Naturwëssenschaft iwwerhaapt.

Den Numm Astronomie kënnt aus dem Griicheschen άστρον (ástron - Stär) an νόμος (nomos - Gesetz). D'Astronomie beschäftegt sech nieft de Planéiten a Fixstären och mat Galaxien a villen aneren Himmelsobjeten. An der Astronomie fanne sech awer och Erkenntnesser aus anere Fachgebidder, wéi zum Beispill der Physik, der Chimie, der Geologie, der Geophysik, der Mineralogie, der Biologie, der Mathematik, der Kartographie an nach aneren.

Duerch d'visuellt Betruechte vum Nuetshimmel an dem Laf vun de Planéiten an der Sonn gëtt Astronomie schonn zanter Joerdausende bedriwwen. Zanter véierhonnert Joer ginn Teleskope benotzt; zu de Pionéier gehéiert ënner anerem de Galileo Galilei.

D'19. Joerhonnert huet grouss Fortschrëtter mat sech bruecht, besonnesch duerch d'Fotografie an d'Spektroskopie. An der Mëtt vum 20. Joerhonnert koum d'onbemannt a bemannt Raumfaart derbäi. Mëttlerweil gëtt mat de verschiddenste physikalesche Methoden all elektromagnéitesch Stralung déi aus dem Weltraum kënnt beobacht.




#Article 85: Free Software Foundation (146 words)


DFree Software Foundation (FSF), déi 1985 vum Richard Stallman gegrënnt gouf, ass eng Organisatioun déi sech fir d'Fërderung an Produktioun vu fräier Software asetzt, a versicht, Kapital fir de GNU-Projet zesummenzedroen.

Den 10. Mäerz 2001 gouf dFree Software Foundation Europe gegrënnt, déi sech ëm d'europäesch Besoinen am Beräich fräi Software këmmert. Als offiziell Duechterorganisatioun vun der amerikanescher Free Software Foundation, konzentréiert si hir Aktivitéite ronderëm de GNU-Projet, mä net exklusiv.

Eng vun den Haaptaufgabe vun der FSF Europe ass d'Initiative vu fräier Software ze koordinéieren, e Kompetenzzentrum fir Politiker, Journalisten an Affekoten op d'Been ze stellen an déi néideg Infrastruktur fir fräi Software a speziell de GNU-Projet ze schafen. Mat GNU Savannah gouf zum Beispill soueng Entwécklerplattform fir fräi Software geschaf.

Am Februar 2003 huet d'FSF Europe dFiduciary Licence Agreement virgestallt, dat europäesche Softwareentwéckleren d'Iwwerdroe vun zäitlech onbegrenzten exlusiven Notzungsrechter a juristesche Vertriedungsrechter un d'FSF erméiglecht.




#Article 86: Richard M. Stallman (194 words)


De Richard Matthew Stallman, gebuer de 16. Mäerz 1953, och bekannt ënner den Initialen RMS, ass de Grënner vum Mouvement fir fräi Software. Hien ass bekannt duerch d'Initiéiere vum GNU-Projet a fir mam Eben Moglen zesummen déi éischt Lizenz fir Distributioun vu Software mat sengem Source Code geschriwwen ze hunn: d'GNU General Public License oder GNU GPL. Hien huet och d'Konzept vum Copyleft erfonnt.

Hie war informatesche Chercheur um Massachusetts Institute of Technology an huet 1985 d'Free Software Foundation gegrënnt. Free ass am Sënn vu fräi ze verstoen, an net gratis. Hien huet och den Texteditor GNU Emacs, den C Compilator Gcc an den Debugger Gdb geschriwwen.

Seng Riede sinn awer no enger Zäitchen als exzessiv ugesi ginn, notamment vum Eric Steven Raymond an anere Membere vun der Communautéit fräien Developpeuren. De Raymond grënnt d'Open Source Initiative. D'OSI probéiert ënner anerem open source-Software an d'amerikanesch Informatikindustrie ze kréien.

De Stallman hat och mam Linus Torvalds ze dinn, deem hie reprochéiert, net genuch op déi zentral Plaz vu GNU a senger Variant GNU/Linux anzegoen.

Am September 2004 huet hien zu Lëtzebuerg um Centre de recherche public Henri-Tudor iwwer d'Geforen an d'Méiglechkeete vu Software Patenter geschwat.




#Article 87: Bierg (234 words)


E Bierg ass eng Erhiewung an der Natur an am Géigesaz zum Hiwwel meeschtens méi héich.

Iwwer d'Entstoe vun de Bierger goufen am Laf vun der Zäit déi verschiddenst Theorien entwéckelt. Sou z. B. dem Laplace seng hypothèse cosmogonique, an där hien dervun aussgeet datt Äerd am Ufank eng Kugel war déi vu geschmoltenem Material gebilt gouf, dat duerno lues a lues ofgekillt ass a fest gouf. Beim Ofkillen hätt se sech zesummegezunn an dobäi wiere Spannungen opgetrueden duerch déi bei der Kontraktion d'Bierger enstane wieren.

Den Dutton hat eng Theorie déi op der Isostasie baséisert huet, a bei där d'Bierger eng Gläichgewichtsroll spille géifen.

Den däitsche Geophysiker Alfred Wegener huet unhand vu senger Hypothees iwwer d'Ofdrifte vun de Kontinenter ugeholl datt d'Bierger duerch gouss Kräfte beim Openanerstousse vu Kontinentalplacken entstane sinn.

Den amerikanesche Geophysiker Griggs huet geduecht se kéinten duerch staark vertikal Konvektiounsstréim entstane sinn an de Fransous Perrin entwéckelt eng Theorie vu Metamorphismus.

Zanter 1890 gouf ugeholl datt sougenannt Transportnappen déi duerch d'Schwéierkraaft laanscht Häng rutschen d'Ursaach kéinte sinn. Wann d'Schwéierkraaft och sécher eng Roll spillt sou geet se awer net duer fir d'Bildung vu verschiddene Biergmassiver wéi z. B. dem Jura z'erklären.

Heiansdo hunn d'Bierger en eruptiven Urspronk a presentéiere sech als eenzel Vulkaner oder als Kraterketten. Anerer déi schonn erodéiert waren, goufen nach eng Kéier an d'Luucht gehuewen a bilden da Bierger mat flappege Formen, sou wéi de Massif central.




#Article 88: Ierpeldeng (Ettelbréck) (155 words)


Ierpeldeng ass eng Uertschaft am Kanton Dikrech an Haaptuert vun der Gemeng Ierpeldeng op der Sauer.

Ierpeldeng läit am Sauerdall am Zentrum vun der Nordstad, net wäit vun Ettelbréck an Dikrech, op enger Héicht vun ongeféier 200 m. Geologesch läit d'Uertschaft op der Linn, déi d'Devon-Schichte vun den Ardennen am Norden (Éislek) vun den Trias-Schichten am Süden (Guttland) trennt.

D'Géigend vun Ierpeldeng war schonn zu gallo-réimeschen Zäite bewunnt. Op Angelduerfer Terrain, net wäit weg vum Zesummefloss vu Sauer an Uelzecht, weise Spueren op e réimesche Castrum hin. Wéi vill Dierfer, deenen hiren Numm op -ingen endegt, gouf Ierpeldeng (Erpeld-ingen) tëscht dem 6. an dem 9. Joerhonnert gegrënnt, wéi d'Franke sech an eiser Géigend néiergelooss hunn.

Ierpeldeng daucht fir d'éischt a schrëftlecher Form an engem Akt vun 1247 op, wou d'Rittere Frédéric a Gérard vun Ierpeldeng genannt ginn.

 

D'Ierpeldenger Schlass gouf am 12. Joerhonnert als Waasserbuerg gebaut. Haut ass et de Sëtz vun der Ierpeldenger Gemengeverwaltung.




#Article 89: Ezio Pinza (244 words)


Den Ezio Pinza, gebuer den 18. Mee 1892 zu Roum a gestuerwen den 9. Mee 1957 zu Stamford an den USA, war en italieenesche Basssänger.

De Pinza sollt eng Carrière als Velosportler machen. Mä hien huet sech et anescht iwwerluecht an ass op Bologna an de Conservatoire bei den Alessandro Vezzani gaangen, fir seng Stëmm ausbilden ze loossen. Säin éischten Optrëtt op der Bün war 1914 zu Soncino als Oroveso an der Oper Norma. Nom Éischte Weltkrich koum hien 1922 zu Roum an dem Teatro alla Scale grouss eraus, wou hien enner dem Arturo Toscanini de Ramphis an der Aida, de Raimondo an der Lucia di Lammermoor gesongen huet. Vu 1926 bis 1949 séngt hien am Metropolitan Opera House zu New York. Do séngt hien all grouss italieenesch Bassrollen an de Boris Godunov.

An de spéidere Jore war de Pinza, dee säi Liewe laang käergesond war, mam Häerz geplot.

Bei sengem Begriefnes huet d'Eleanor Steber den Ave Maria aus dem Giuseppe Verdi sengem Otello gesongen.

Den Ezio Pinza hat ni geléiert Noute vum Blat ze liesen, an a senger Autobiographie zielt hien, wéi de Rogers him e puer Melodien aus dem South Pacific um Piano virgespillt huet. Mä hie war deen, deen dMissa Solemnis ënner dem Toscanini gesongen huet, Mozart ënner dem Bruno Walter an déi gréisst Richard Wagner Rollen an der Scala.

Dem Pinza seng Autobiographie koum 1977 zu New York eraus. Ezio Pinza. An Autobiography

Lëscht vu Sängerinnen a Sänger (Klassesch Musek)




#Article 90: Diplomatik (117 words)


Diplomatik, aus dem griicheschen δίπλωμα diplôma, ass d'Studéiere vu schrëftlechen Dokumenter. Op Däitsch schwätzt ee vun Urkundenlehre.

Si beschäftegt sech mat der Andeelung, dem Wäert, dem Alter an der Authentizitéit vun historesche Schrëftstécker. Wéi z. B. d'Paleographie zielt d'Diplomatik zu den Hëllefswëssenschafte vun der Geschicht.

Den Urspronk vun der Diplomatik geet bis an d'15. Joerhonnert zréck, wou ëmmer méi dacks un der Authentizitéit vun Dokumenter gezweifelt gouf, an déi dofir méi genee ënnersicht goufen. Als Äntwert op d'Kritik vum Jesuitt Daniel Van Papenbroeck schreift de Benediktiner Jean Mabillon säi Wierk De re diplomatica (1681), wat nach bis haut als Urspronk vun der Diplomatik gëllt. Am Mëttelalter war et quasi normal, Dokumenter ze fälschen, meeschtens aus territoriale Grënn.




#Article 91: Paleographie (233 words)


De Begrëff Paleographie kënnt aus dem griichesche paleo (al) a graphein (schreiwen) a bedeit also wuertwiertlech iwwersat déi al Manéier ze schreiwen. D'Paleographie zielt zu den Hëllefswëssenschafte vun der Geschicht.

D'Paleographie ass d'Wëssenschaft, där hiert Zil et ass, al Schrëften z'entzifferen an dës al Schrëften z'analyséieren an d'historesch Entwécklung vun der Schrëft ze studéieren.

D'Paleographie beschäftegt sech mat zwéin Type vu geschriwwene Quellen. Op der enger Säit intresséiert si sech fir déi ëffentlech an déi privat Dokumenter, meeschtens juristescher, déi an den Archive versuergt sinn, an op der anerer Säit mat alle geschriwwenen Texter vun engem Auteur déi een an de Bibliothéike fënnt.

Well al Texter en anere Graphismus (Form vun de Buschtawen) hu wéi eisen, ass d'Entzifferung net ëmmer evident. Villes hänkt och vum Auteur selwer of.

Ausserdeem benotzen d'Auteuren an d'Kopisten dacks Ofkierzungen, engersäits fir Plaz ze spuere well de Pabeier net grad bëlleg ass, an anerersäits och fir datt et méi séier geet.

Vun enger klorer Punktuation kann een am Mëttelalter net schwätzen, wann emol e Punktuatiounszeechen an engem Text war, sou war dat fir een Auteur valabel, mä nach laang net fir se all.

Den Auteur huet net unbedingt ëmmer säin Numm an den Datum iwwer den Text geschriwwen. Fir den Datum erauszefannen, muss ee sech d'Schrëft genee ukucken, déi am Laf vun de Joerhonnerte variéiert huet. Dës Entwécklung vun der Schrëft ass och eng Äntwert op d'sozial Entwécklung.




#Article 92: Protection civile (250 words)


DProtection civile, oder kuerz einfach Protex genannt, ass eng lëtzebuergesch Organisatioun déi 1936 vu Fräiwellege gegrënnt gouf.

Eng Reorganisatioun war Ufank der 1960er Joren (et war d'Zäit vum Kale Krich), wou d'Definitioun vun hiren Aufgabe méi vaste war, an zwar, d'Bevëlkerung virun de verschiddene Gefor ze schützen, wat een och an hirem Logo erkenne kann (e Ris dee mat engem Schëld, deen hien no uewen hält, ee Männche schützt). Mam neie Gesetz gëtt et d'Protection Civile u sech net méi. Si ass 'just' nach eng Ofdeelung, betreit vum Guy Bley, vun der ASS, der nei gegrënnter Administration des Services de Secours, déi d'Pompjeeën an d'Protex ënner een Hutt bréngt.

Direkter vun der ASS ass zanter dem 1. Juli 2004 de Michel Feider. Gréisstendeels maachen all d'Memberen hir Aufgab fräiwëlleg, dat gëllt awer net fir d'Employéë vun der Direktioun, der Leitstell an dem Atelier zu Lëntgen.

Mat der Telefonsnummer 112 kënnt een direkt an d'Zentral déi zu Gaasperech iwwer der Direktioun ass. An hir kann all Bierger ëm Hëllef froen a kritt déi och normalerweis. Ausserdeem kann ee sech um 112 iwwer Apdikten, Spideeler a Véidokteren am Déngscht renseignéieren.

Am Laf vun de Joren huet d'Protection Civile sech zu enger Vereenegung aus ville klengen oder grousse Fachtruppen developpéiert. Si sinn:

All dës Gruppen, déi opgezielt goufen, sinn op hirem Gebitt ausgebilt, a maachen hir Aarbecht fräiwëlleg. Des Weidere këmmert sech d'Protection civile och nach ëm d'Alarméierung vun de Pompjeeën, an d'Organisatioun vun Éischt Hëllef-Coursen an och ëm d'Ausbildung vun hire Memberen.




#Article 93: Ambulanz (523 words)


Generell gesinn ass eng Ambulanz en Auto dee fir den Transport a fir d'Rettung vu Kranken an/oder Blesséierte bestëmmt ass.

Zu deem Zweck ass eng Ambulanz mat dem néidegen technesche Material ageriicht, enger sougenannter Sondersignalanlag mat bloe Luuchten um Daach, Frontblëtzer souwéi enger Sireen, déi dozou déngt, aner Leit op der Strooss drop hinzeweisen, datt eng Ambulanz déi blo fiert (also mat ugeschallte Luuchten a Sirenen) ëmmer an iwwerall theoreetesch d'Virfaart huet.

Ambulanze fënnt een an dräi Gréissten, entweder a meeschtens op Basis vun engem Transporter (wéi Mercedes Sprinter, VW T4), op Basis vun engem klenge Camion oder op Basis vun engem Persounewon. Ambulanze kënne vu privaten a staatlechen Organisatioune betreit ginn, doriwwer decidéiert de Staat.

De Gros vun den Ambulanzen, 51 Stéck (Stand Juli 2004), gehéiert der Protection Civile déi am ganze Land Primärasätz fiert. Ausser an der Stad Lëtzebuerg wou d'Beruffspompjeeën dëse Service mat 11 Ambulanzen (7 normalen, 3 medicaliséierten (NAW) an enger Infektiounsambulanz) assuréieren.

Privatambulanze fueren hei nëmme Sekundärasätz wéi Transporter oder Faarte vun engem Spidol an dat anert.

Am heefegste begéint een hei Mercedes Sprinteren, déi vun den Firmae BINZ oder WAS ëmgebaut goufen. Si hunn an der Reegel bei sech:

Verschidden Ambulanzen, haaptsächlech déi medicaliséiert Ambulanzen, hunn zousätzlech nach en EKG (Elektrokardiogramm), der Mark no dacks einfach Propaq genannt. Zanter 2004 och méi dacks einfach Zoll (wéinst där neier Mark op de SAMU'en).

Déi zwou Infektiounsambulanze si bannen aus Inox-Stol an erliichtere sou d'Desinfizéieren. D'Chaufferskabin ass komplett vum Patienteraum ofgetrennt, an ass och loftdicht. Fir allerdéngs mat sou enger Ambulanz fueren ze kënnen, muss een de Fürerschäin mat der Kategorie C hunn. De Moment steet eng Infektiounsambulanz zu Diddeleng an eng an der Stad.

D'Besatzung vun enger Ambulanz besteet aus zwee oder dräi Leit Personal plus Patient plus eventuell eng Begleetpersoun, dat heescht maximal fënnef Persounen. D'Personal ass normalerweis (wat awer kann änneren) dräi Ambulancieren oder zwéin Ambulancieren an een Ambulancier-Stagiare. Et ass och méiglech dat zwéin Ambulanciere fueren, dat kënnt awer méi seele vir.

Bei akuten Noutfäll, wa medezinesch Hëllef gebraucht gëtt, kann d'Ekipp vun der Ambulanz de SAMU ufuederen dee mat sengen NEF'en zu Hëllef kënnt. Dee Moment besteet d'Ekipp vun enger Ambulanz dann heefeg aus engem Dokter an engem Infirmier beim Patient an engem Chauffer, wärend déi zwéin ausgewiesselt Ambulancieren am NEF an d'Spidol nokommen.

Huet ee fréier bal iwwerall Ambulanzen an der Gréisst vun de Stater gesinn, gesäit een haut meeschtens just nach där op Basis vu Camionnetten oder sougenannte Kofferambulanzen wei d'Stater an d'Diddelenger Infektiounsambulanz. Dës si méi kamoud.

Zu Lëtzebuerg gëtt momentan probéiert all Ambulanz mat Datcom auszerëschten, e System deen et méiglech mécht d'Asaatzadress direkt op e Bildschierm an der Chaufferskabin ze schécken, an der Leitstell vum 112 ëmmer Réckmeldung iwwer de Status an d'Positioun vum Gefier ze ginn, ouni datt een agräife muss. Dëst mécht et souguer méiglech mat Hëllef vun den Asaz-Donnéeën a vum GPS-Signal, d'Ufaart automatesch ze navigéieren.

Laang Zäit gouf driwwer nogeduecht, Ambulanze mat hallefautomateschen Defi'en auszerëschten. De Règlement grand-ducal vum 19. November 2008 erlaabt jiddwer Bierger am Land, en hallefautomateschen Defibrillator (AED) ze benotzen. Zanter deem sinn och déi lëtzebuergesch Ambulanze alleguer mat deenen AED'en ausgerëscht.




#Article 94: Service d'aide médicale urgente (367 words)


De Service d'aide médicale urgente, kuerz SAMU, gëtt et zu Lëtzebuerg zanter dem 12. Juni 1989 a Kooperatioun mam Ministère de la santé an der Protection civile.

De SAMU deplacéiert sech mam Auto oder mam Helikopter. D'Ekipp vum SAMU besteet aus engem Dokter fir Anästhesie, engem (enger) Infirmier (Infirmière) an engem Chauffer respektiv Pilot, ofhängeg vum Gefier. Beim SAMU Lëtzebuerg ass de Chauffer Member vun de Beruffspompjeeën. Zu Esch-Uelzecht an zu Ettelbréck sinn et just en Infirmier Anästhesist an en Dokter déi erausfueren.

De SAMU gëtt entweder vun der Ekipp vun enger Ambulanz geruff, oder direkt vum 112 matgeschéckt, wann deen zoustännegen Operateur bei der Meldung um Telefon eraushéiert, datt déi Persoun an Nout medezinesch Betreiung brauch.

De SAMU op véier Rieder erkennt een un der Opschrëft SAMU. Dëst Gefier nennt een NEF, en Notarzteinsatzfahrzeug. An dësen Autoe gi keng Patienten transportéiert, si déngen nëmmen dem Transport vu medezineschem Material an dem Personal. Zu Lëtzebuerg gëtt et zanter dem 1. Abrëll 2020 fënnef SAMUs-Statiounen: jee eng an der Stad, zu Esch-Uelzecht an zu Ettelbréck an deene Spideeler, déi Déngscht hunn; eng weider, déi am CGDIS zu Hesper stationéiert ass an op Gaasperech plënnert, soubal de CNIS fäerdeg ass; an déi fënneft um Findel.

Am Juni 2015 goufen déi al BMW X5 SAMU NEF mat neie Mercedes-Benz M 350 BlueTech NEF ersat déi mat follgendem Material ekipéiert sinn:

D'Luxembourg Air Rescue stellt fir de SAMU véier Helikopteren. Si fléie vu Sonnenopgank bis Sonnenënnergank. Am Dag si si zu Ettelbréck an an der Stad stationéiert. All Fleck am Land ka sou theoreetesch a manner wéi 8 Minutten erreecht ginn. Am Asaz si véier Helikoptere vum Typ McDonnell Douglas 902 Explorer. Dësen Typ vun Helikopter huet de Virdeel, datt d'Stabilisatioun an d'Steierung vum Helikopter net vum engem Heckrotor gemaach gëtt mä vun engem NOTAR-Düsesytem am Schwanz. Doduerch ginn déi klassesch Geforen an Accidenter déi duerch en Heckrotor kënnen entstoen eliminéiert. Am Helikopter selwer sinn op klengstem Raum EKG, Defi, Beootmungsapparat a Medikamenter verstaut. Verschidden Helikopteren hunn ausserdeem eng Seelwann déi dann zum Asaz kënnt, wann de Pilot keng Méiglechkeet gesäit fir ze landen. D'Helikoptere fléien awer net nëmme Primärasätz, dat heescht Rettungsasätz, mä och Sekundärasätz wéi Transporter a sou weider.




#Article 95: Defibrillator (752 words)


En Defibrillator ass en Apparat, deen hëlleft, liewensgeféierlech Häerzrythmusstéierungen duerch eng Defibrillatioun oder eng Kardioversioun ze stoppen.

Beim Häerzkummerflimmeren erkennt een um Elektrokardiogramm eng méi oder manner gläichméisseg, mä kleng Häerzaktivitéit. Graff gesinn entsteet dat, well den Tissu, deen d'Zesummenzéie vun den Häerzkummere koordinéiert, dat net méi richteg mécht. Doduerch gëtt d'Blutt net méi richteg gepompelt, de Kierper leit u Sauerstoffmangel. Eng éischt Moossnam wier e prekordiale Fauschtschlag, duerno eng Kardiopulmonal Reanimatioun.

En Defibrillator geet d'Saach anescht un. E versetzt dem Häerz e Stroumschlag, deen dat onreegelméissegt Zucken, déi sougenannt Fibrillatioun stoppt, an d'Häerz ka probéieren nees an en normale Rhythmus ze kommen. Allerdéngs ass déi Method keen Allheelmëttel. E Schock kann dem Patient nëmme bei engem hyperdynamen („ze schnellen“) Häerzkreeslafstëllstand, also Häerzkummerflimmeren, Häerzkummerflatteren (Defibrillatioun) oder Ventrikulär Tachykardie (Kardioversioun), hëllefen. En hypodynamen („ze luesen“) Häerzkreeslafstëllstand (schwéier Bradykardie bis zur Asystolie) kann net defibrilléiert ginn, a kann nëmmen duerch d'Injektioun vun Adrenalin behandelt ginn.

Zur Zäit ginn am Rettungswiesen international zwou Zorte vun Defibrillatoren ënnerscheet, déi klassesch manuell an di automatesch extern Defibrillatoren. 
 

De klasseschen Defibrillator huet am Normalfall zwou sougenannt Paddles (Elektroden), Kabele fir den EKG, e Schierm an eng Rei Knäpp.

Iwwer den EKG gëtt ofgelies ëm wéi eng Aart vun Häerzrythmusstéierung et sech handelt. Duerno stellt den Dokter d'Stäerkt vum Stroumschock an, setzt d'Paddles op a schockt de Patient. Déi Defibrillatore sinn normalerweis just a Spideeler, bei Dokteren an an den NEFen vum SAMU.

E groussen Deel vun dëse Geréiter, besonnesch déi vir de Rettungsdéngscht, besetzen d'Méiglechkeet, op en hallef-automatesche Modus ze wiesselen.

En AED ass en Defibrillator, dee vun all Mënsch kann an däerf benotzt ginn, well e just een oder zwee Knäppercher huet, iwwer Sproochuweisung a Piktogrammer den Oflaf erkläert an dem Mënsch praktesch all d'Decisiounen ofhëlt. Et ass en Apparat, deen deelweis d'Gréisst vun nëmmen 20 op 20 cm huet an dacks an enger Këscht verpaakt ass.

Zu Lëtzebuerg haten d'Ambulanzen normalerweis keen Defibrillator bei sech. Zanter de Gebrauch vun Defibrillatoren vun där Kategorie am Règlement grand-ducal vum 19. November 2008 awer gereegelt gouf, sinn all d'lëtzebuergesch Ambulanzen am Rettungsdéngscht mat engem AED ausgerëscht, meeschtens mam Cardiac Science Powerheart G3. Ausserdeem fënnt een zanterhier och ëmmer méi AEDen an ëffentleche Gebaier.

Allerdéngs kascht sou een Apparat och hautdesdaags nach tëscht 1000 an 3000 €. Géigner behaapten datt d'Chance, jeemools e Fall ze hu wou e gebraucht géif, ze kleng ass fir sou vill Geld auszeginn.

Nieft dem Asaz vum Defi ass awer eng Häerz-Longen-Reanimatioun duerch de Sekurist wichteg. Den AED ass dofir eng Ergänzung, awer ni en Ersatz vun der kardiopulmonaler Reanimatioun.

Beim Opmaache vum AED gesäit een zwou sougenannt Fast-Pads (Elektroden). Déi ginn um bewosstlose Patient an der Anterior-Anterior-Position ubruecht, dat heescht déi eng op der rietser Broscht nieft dem Sternum an ënner dem Schlësselbeen, déi aner op der lénkser Säit vum Thorax op der Héicht vum Apex. Bei de meeschten AEDen sinn déi Positiounen och op den Elektroden duergestallt. Allerdéngs gëtt bei Puppelcher eng Elektrod vir op d'Broscht, déi aner hannen op de Réck gepecht (Anterior-Posterior-Positioun).

Gläichzäiteg fänkt den AED un, dem Benotzer mëndlech Uweisungen ze ginn, verschidde Modeller ënnerstëtzen e souguer bei der kardiopulmonaler Reanimatioun mat akustesche Signaler. Nodeem den AED dem Benotzer deementspriechend Uweisunge ginn huet, fänkt e selbstänneg un, en Elektrokardiogramm opzehuelen an auszewäerten. Duerch déi Analys erkennt den AED, op en hyperdynamen Häerzkreeslafstëllstand virläit, also entweder eng Ventrikulär Tachykardie, Häerzkummerflatteren oder Häerzkummerflimmeren.

Bei engem hallefautomateschen AED gëtt de Benotzer dann opgefuerdert, duerch d'Drécke vun engem markante Knäppchen e Schock ofzeginn. Verschidde Modeller musse virdru nach kuerz oplueden, an déi Zäitspan sollt benotzt gi fir mat der Reanimatioun weiderzefueren. Éier de Benotzer de Schock lassléisst, muss e sech vergewësseren, datt den Ënnergrond net naass oder fiicht (Reen, Schnéi,...) ass an datt keng Brand- oder Explosiounsgefor (Tankstatioun, Sauerstofffläschen,...) besteet. E komplett automateschen Defibrillator gëtt de Schock no entspriechende Warnunge selbstänneg of.

Sollt allerdéngs en hypodynamen Häerzkreeslafstëllstand virleien, deen den AED och erkennt, ass eng Defibrillation/Kardioversioun sënnlos. De Benotzer gëtt dann einfach dozou opgefuerdert, mat der Reanimatioun weiderzefueren.

No engem Schock gëtt den AED nees weider Uweisungen. Sollte beim Patient weiderhi keng Liewenszeechen erkennbar sinn, muss d'Reanimatioun wa méiglech ouni Paus weidergefouert gi bis d'Rettungsdéngschter do sinn, an d'Uweisunge vum Defibrillator befollegt ginn. Déi meescht Modeller maache weiderhin all zwou Minutten eng Analys.

De Gebrauch vun automateschen externen Defibrillatoren gëtt am Règlement grand-ducal vum 19. November 2008 gereegelt. Do gëtt zwëschen zwou Kategorien ënnerscheet: 

Autonom defibrilléieren, dat heescht mat engem reng manuellen Defibrillator oder an engem manuelle Modus, däerfe weiderhin nëmmen Dokteren oder Infirmieren.




#Article 96: Danz (127 words)


Den Danz ass d'Konscht vun der Beweegung vum Kierper, meeschtens rhythmesch an am Zesummenhank mat Musek. Leit aus ville verschiddene Kulturen danze fir hir Emotiounen auszedrécken, fir sozial Bezéiungen ze fleegen, an engem spirituelle Kontext oder am Kader vun enger Opféierung.

Danz kann een doriwwer eraus als eng Form vun netverbaler Kommunikatioun tëscht Mënschen an och tëscht Déieren (z. B. de Beiendanz) ugesinn. D'Beweegung vu Géigestänn kann och als Danz beschriwwe ginn („d'Blieder danzen am Wand“).

D'Konscht en Danz ze kreéieren heescht Choreographie.

Ursprénglech war den Danz virun allem en zeremoniellen Akt, dee sech un eng méi héich Muecht geriicht huet. Zil war et duerch Danzritualer d'Schicksal ze beaflossen (Reendanz), Courage ze maachen (Krichsdanz oder Juegddanz) oder fir de Gëtter ze gefalen (egyptesch, griichesch a réimesch Antiquitéit).




#Article 97: Beootmungsapparat (123 words)


E Beootmungsapparat oder Oxylog ass en Apparat, deen agesat gëtt, wann e Patient bewosstlos ass an/oder schlecht otemt.

Wann de Patient an der Lag ass z'ootmen, déngt en Oxylog dozou, him Sauerstoff (Oxygène) iwwer eng Mask oder Sond ze ginn. Wann de Patient net ootme kann, kann een hien intubéieren, dat heescht, en Tüb an de Loftrouer (Trachée) aféieren, an hie sou forcéieren, z'otmen. Modern Apparater pompelen dobäi net nëmme blann, mä passen hir Aarbecht, wéi zum Beispill, de Sauerstoffgehalt ze doséieren, permanent un. Si ersetzen u sech d'Beootme mam Ambu- oder Beootmungssak, mat deem duerch manuellen Drock Loft an d'Longen gepresst gëtt. Ausserdeem gëtt duerch Intubatioun ausgeschloss, datt ee Loft an de Mo pompelt, oder datt de Patient un Erbrachenem kéint erstécken.




#Article 98: Elektrokardiogramm (155 words)


En Elektrokardiogramm, kuerz EKG (Electro, Cardio - Häerz), ass en Apparat, mat deem een d'Häerzaktivitéit a Kurven ëmwandele ka fir eng einfach Auswäertung vun der Häerzfunktioun z'erméiglechen.

En EKG gëtt iwwer sougenannten Elektrode mam Kierper verbonnen. Dat si kleng déck Stickere mat enger Metallplack drun. Uewen ass e Kontakt, un deen eng Ofleedung, de Kabel vum EKG, bei de Patient geluecht gëtt. D'Häerz ass e Muskel. D'Beweegunge vun engem Muskel gi vu klengen elektreschen Impulser ausgeléist. En EKG ass u sech en extreem empfindleche Spannungsmiesser. All Zuckung vun all Häerzkummer léist dofir en Ausschlag um EKG aus. Fréier gouf déi direkt iwwer eng Nol op Pabeier geschriwwen, haut gesäit een d'Well op engem Ecran. Well awer vill Doktere léiwer eppes an der Hand hunn, huet all normalen EKG d'Méiglechkeet, fir d'Resultater auszedrécken. Den EKG schreift op spezielle Millimeterpabeier, soudatt sech einfach (wann een et kann) Anomalië fanne loossen, déi een net géif um Bildschierm gesinn.




#Article 99: Millimeterpabeier (237 words)


Millimeterpabeier ass normale Pabeier, dee speziell bedréckt ass.

Am heefegsten fënnt een an Hefter Pabeier, op deen Haisercher vun der Gréisst 5 Millimeter op 5 Millimeter gedréckt sinn. Millimeterpabeier huet am Géigesaz dozou normalerweis zwar och déi Andeelung, mä gläichzäiteg sinn dës Këschtercher nach eng Kéier a 25 Këschte vun 1-mol 1 Millimeter ënnerdeelt.

An Zäiten an deenen et nach keng Computere goufen, déi Graphike mat allerhéchster Prezisioun maachen, huet een déi Graphike missen op der Hand maachen. Eng prezis Zeechnung op normalem oder souguer op karréiertem Pabeier ze maachen, war onméiglech. Déi gréisst Genauegkeet kann een erreechen, andeems ee fir seng Graphe Millimeterpabeier benotzt.

An der Medezin, an zumools bei der Elektrokardiographie ass Millimeterpabeier net méi ewechzedenken. Wann een op engem EKG wëll klengst Verännerungen erkennen, schreift een en Auszuch vum EKG op spezielle EKG Millimeterpabeier mat. Jee no Astellung steet 1 mm da fir eng bestëmmt Zäit. Heefeg steet 1 mm fir 50 Millisekonnen. Doduerch loosse sech mat bloussem A klengst Ofwäichunge vun der Norm erkennen an unzeechnen an op deem Wee eng Diagnos stellen.

An der Mathematik fënnt Millimeterpabeier an der Geometrie säin Notzen. Millimeterpabeier ass optimal fir Zeechnunge vun héijer Prezisioun ze maachen, wat besonnesch wichteg ass wann eng Figur op der aner opbaut.

Architekte benotzen, wa si Zeechnunge maachen, och gär Millimeterpabeier. Ee Virdeel vu karréiertem Pabeier ass, datt e sech problemlos vergréissere léisst well automatesch all Figur a Secteuren ënnerdeelt gëtt.




#Article 100: Bréissel (482 words)


 

Bréissel (fr: Bruxelles, nl: Brussel) ass d'Haaptstad vun der Belsch. Am metaphoresche Sënn steet Bréissel och fir eng vun den EU-Institutiounen, meeschtens de Ministeschconseil (Bréissel huet decidéiert...).

D'Gemeng Bréissel huet eng Fläch vun 32,61 km². Mat 157.673 Awunner (1. Januar 2010) ass et déi gréisst vun den 19 Gemenge vun der Haaptstadregioun (déi ronn 1.133.000 Awunner huet).

Nieft dem Fait, datt Bréissel d'Haaptstad vum belsche Kinnekräich ass, ass et och de Sëtz vun der NATO an enger etlechen Institutioune vun der Europäescher Unioun (EU), wéi der Europäescher Kommissioun, dem Conseil vun der Europäescher Unioun, dem Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité an dem Comité vun de Regiounen (Kuckt och d'Fro vum Sëtz vun den Europäeschen Institutiounen). Bréissel ass weiderhin de Sëtz vun der zweesproocheger Haaptstadregioun Bréissel. Zu gudder Lescht ass Bréissel och nach de Sëtz vun deenen zwou grousse Sproochcommunautéite vun der Belsch, der flämesch-sproocheger Communautéit (Vlaamse Gemeenschap) an der franséisch-sproocheger Communautéit Wallounien-Bréissel (Communauté française Wallonie-Bruxelles), souwéi der Regioun Flandern (nl.: Vlaanderen, fr: Flandre).

Den Numm Bréissel geet warscheinlech zréck op Bruoc sella - Siidlung am Mouer. Bréissel, dat vum 7. Joerhonnert un nozewiesen ass, war am Mëttelalter, gënschdeg geleeën um Wee tëscht Gent a Köln, en Handelsposte vun de burgundeschen Nidderlanden. Zanter 1477 gehéiert Bréissel zum Habsburgerräich, 1795-1815 zu Frankräich, bis 1830 zu den Nidderlanden a gëtt 1830 Haaptstad vun der Belsch, wéi déi sech vun den Nidderlanden ofgespléckt huet.

De mëttelalterleche Stadkär ass vu flämesche Biergerhaiser dominéiert. Besonnech dGrand-Place (nl.: Grote Markt), déi op der Unescos-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft steet, stécht duerch hir eenheetlech Bauweis am flämesche Barock (ëm 1700) ervir.

Weidert Kuckeswäertes sinn d'spéit gotesch Kathedral St. Michel-Ste. Gudule (Sint Michiels-Sint Gudula), de Cinquantenaires-Park mat sengem Triumphbou, dem Kinnek säi Palais, e puer iwwerdaacht neo-klassizistesch Akafsgalerien an den Atomium, dee fir d'Weltausstellung vun 1958 gebaut gouf. Dat ass e Gebai, dat aus néng Bulle besteet, déi ënnerenee verbonne sinn an déi en Eisemoleküll an 165.000.000-facher Vergréisserung duerstellen. Si sinn zesummen 102 Meter héich an 2400 Tonne schwéier. Och de Sprangbur Manneken Pis, eng 60 Zentimeter héich Bronzefigur an der Alstad, ass wäit iwwer d'Grenzen eraus bekannt. Hien huet eng Garderob vun iwwer 1.000 verschiddene Kostümer, déi an engem eegene Musée ausgestallt sinn. Ausserdeem gëllt Bréissel als eng Haaptstad vu Gastronomie a guddem Iessen.

Bréissel ass och déi heemlech Haaptstad vun der Bande dessinée. Et gëtt e Musée, deen dëser Konscht dédiéiert ass, an uechter d'Stad gëtt et en etlech Haisergiewelen, déi mat bekanntene gemoolte Personnagen dekoréiert sinn.

Leider gouf zu Bréissel och vill historesch Bausubstanz zerstéiert. Beim Iwwerdeckele vum Floss Senne (nl.: Zenne), der Interconnectioun vun der Nord- an der Süd-Gare, der Installatioun vun den EU-Institutiounen an engem megalomane Bauprojet ronderëm d'Nord-Gare goufe ganz Quartiere komplett ofgerappt, Dausende vu Leit sinn expropriéiert ginn, an nach haut sinn déi urbanistesch 'Wonnen' net ganz verheelt. An der Architektur gëtt et souguer en en Ausdrock dofir (Bruxellisatioun), deen dës Ëmstänn, als ofschreckend Beispill, beschreift.




#Article 101: Krichsverbriecherprozesser vun Tokio (158 words)


An de Krichsverbriecherprozesser vun Tokio (東京裁判 Tōkyō Saiban, eigentlech: Internationaalt militärescht Geriicht fir de Wäiten Osten, 極東国際軍事裁判 Kyokutō Kokusai Gunji Saiban) si responsabel Persounen aus der Keeserlecher Arméi ugeklot gewiescht. Si sinn den 29. Abrëll 1946, um Gebuertsdag vum Keeser Showa (裕仁 Hirohito ), ugeklot ginn. D'Verhandlungen hunn den 3. Mee 1946 ugefaangen an hu bis den 12. November 1948 gedauert.

Um Enn goufe 55 Uklopunkten an 10 Gruppen zesummegestallt. Zwéi Punkten, nämlech Verschwierung vu Japan, Italien an Däitschland ëm d'Weltherrschaft an dInvasioun an Thailand si wéinst Feele vu Beweiser fale gelooss ginn.

Als Urteel ass d'majoritär Meenung vun de Riichter aus den USA, England, der Sowjetunioun, der Republik China, Kanada an Neiséiland ugeholl ginn. D'Riichter aus Holland, Frankräich, Indien, de Philippinnen an Australien hunn hir minoritär Meenungen eenzel publizéiert. Besonnesch de Fräisproch vum Riichter Radhabinod Pal ass opgefall. Déi zum Doud Verurteelt sinn den 23. Dezember, um Gebuertsdag vum Prënz Akihito (de Keeser vun haut) higeriicht ginn.




#Article 102: Iechternach (858 words)


Iechternach (lokal: Eechternoach) ass eng vun den  lëtzebuergesche Gemengen an eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm.

Iechternach ass eng vun deene klengste Stied am Land, an eng vun deenen eelsten. Et huet e Lycée (Lycée classique d'Echternach), eng Grondschoul an e Précoce.

Schonn am 1. Joerhonnert no Christus hu Réimer an der Géigend gewunnt, wéi d'Reschter vun enger Réimervilla um Iechternacher Séi haut nach weisen.

D'Grënnung vun der Stad Iechternach geet op d'Joer 698 no Christus zréck. Den hellege Willibrord, en englesche Missionär, krut vun der Irmina vun Oeren (bei Tréier) e Stéck Supp geschenkt, wou hie säi Klouschter kéint opriichten. D'Abtei Iechternach war bekannt fir hire Scriptorium, an deem ënner anerem de Codex Aureus Epternacensis, an de Codex Aureus Escorialensis, zwou gëlle Bibelen (Evangeliaren), geschriwwen a gemoolt gi sinn. Deen ee Codex läit haut zu Nürnberg (zu Iechternach ass e Facsimile ze gesinn); deen aneren, wéi säin Numm et seet, am El Escorial-Klouschter, 60 Kilometer nordwestlech vu Madrid.

Duerch dat Klouschter gouf Iechternach séier zu enger wichteger Handels- an Handwierkergemeng, déi 1236 vun der Ermesinde d'Stadrecht krut. 1596 gouf enges nuets den Abt Jean Bertels vun den Hollänner gefaange geholl a koum eréischt duerch e Léisegeld erëm fräi. An der Besatzungszäit duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun ass d'Abtei verkaaft ginn. Si gouf zu enger Parzeläinsbrennerei ëmfunktionéiert an d'Tierm vun der Basilika hunn als Schaarschtecher gedéngt. Spéider war s'eng Kasär, duerno nëmmen nach eng Ruin. Mat Hëllef vum Willibrordus-Bauveräin gouf d'Basilika erëm opgebaut.

Mat der Eisebunn, dem Chareli, koum den Opschwonk erëm, Iechternach gouf lues a lues touristesch. Am Zweete Weltkrich hat Iechternach, well et direkt op der Grenz louch, an der Ardennenoffensiv staark ze leiden; grouss Deeler vun der Stad goufen zerstéiert, dorënner och d'Basilika. D'Basilika, wéi d'Stad, gouf nom Krich erëm opgebaut.

De Gemengerot vun Iechternach gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

 
. 

De Schäfferot, dee sech no de Wale vun 2011 gebilt huet, huet op enger CSV-LSAP-Koalitioun baséiert, mam Théo Thiry (CSV) als Buergermeeschter. Dësen ass dann awer wéinst enger Immoblienaffär den 29. Januar 2015 zréckgetrueden; zanterhier ass den Yves Wengler (CSV) Buergermeeschter.

No de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 gouf dës Koalitioun vun LSAP an CSV virugefouert.

Fir déi fréier Buergermeeschteren, kuckt: Lëscht vun de Buergermeeschtere vun Iechternach.

Eent vun de Standbee vun Iechternach ass den Tourismus. Iechternach läit am Sauerdall an um Bord vum Mëllerdall, direkt bei der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Vill Trëppelweeër gi vun Iechternach aus an d'Bëscher ronderëm.

Zwéi Muséeën, den Abteimusée an de Musée fir Virgeschicht, ginn en Abléck an d'Vergaangenheet vun der Stad, an den Trifolion (Centre culturel, touristique et de congrès) bitt Plaz fir Evenementer.

Zu Iechternach gëtt et e puer iwwer d'Grenzen eraus bekannten Evenementer. Virbäi ass d'Sprangprëssessioun bei där all Joer Päischtdënschdes bis zu 10.000 Pilger zu Éiere vum hellege Willibrord, a Reien op d'Weis vun enger traditioneller Musek duerch Iechternach sprangen.

En anert grousst Evenement ass den e-Lake festival, bei deem 20.000 Leit, haaptsächlech Jonker, dräi Deeg laang bei Rock, Techno a Popmusek feieren.

Den Iechternacher Museksfestival ass am Beräich vun der klassescher a Jazzmusek och e ganz renomméierte Festival dee wäit iwwer d'Grenze bekannt ass.

Zanter 2004 gëtt zu Iechternach dat gréisst Ballonstreffen am Land ofgehalen. Donieft sinn all Joer international Sportveranstaltungen, wéi den Triathlon an de Run For Fun — bis 2011 och den Iechternacher Marathon — mat vun der Partie.

Am bekanntsten ass Iechternach fir seng Basilika, an där an der Krypta déi stierflech Iwwerreschter vum hellege Willibrord leien.

An der fréierer Abtei Iechternach ass haut den Iechternacher Kolléisch. D'Abtei besteet aus fënnef Deeler, der Rotonde, dem Haaptgebai, der aler Primärschoul, engem Bausseflillek an der Orangerie. Si ass verbonne mat der Basilika.

De Rokoko-Pavillon vu 1765 steet an engem Eck vum Stadpark no bei der Sauer.

Dat fréiert Geriichtsgebai bilt mat dem Haus niewendrun dat haitegt Stadhaus. Am Dënzelt selwer ass e Sall fir d'Gemengerotssëtzungen, e Sall an deem d'Hochzäiten ofgehale ginn, e puer Büroen, Archivraim an Ausstellungssäll. Eng Plackett um Gebai erënnert un de Stadbréif, deen Iechternach vun der Ermesinde krut.

Vun der mëttelalterlecher Stadmauer, déi 2.360 m laang war, gëtt et nach gutt erhale Stécker a vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm sinn der fënnef nach gutt erhalen a ginn als Wunneng benotzt respektiv un Touriste verlount.

D'Grondmauere vun enger Réimervilla, goufe bei den Aarbechte fir de Séi fräigeluecht. Si war den zweete Wunnsëtz vun engem räiche Réimer.

Dëse kënschtleche Séi ass op der Plaz, wou fréier d'Lëschenhaus, eng Aart Erhuelungsheem fir d'Pateren aus der Abtei, war. Den Iechternacher Séi ass och d'Plaz vum Mobilux Trophy, dem e-Lake festival an dem Marathon.

Um Troosknäppchen (Trooskneepchen am Iechternacher Dialekt) steet e klenge Pavillon, vun deem aus een eng Vue iwwer Iechternach huet.

D'Wollefschlucht (Wolfsschlucht, gorge du loup) ass en enke Schloff am Lëtzebuerger Sandsteen, deen um Wee vum Troosknäppchen an den Dall vun der Äsbech leit. Et ass eng vun de spektakuläerste Plaze vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

Op der Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Iechternach stinn nach weider Gebaier, déi klasséiert a kuckeswäert sinn.

D'Gemeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:




#Article 103: Lëtzebuergesch (1495 words)


DLëtzebuergesch gëtt an der däitscher Dialektologie als ee westgermaneschen, mëtteldäitschen Dialekt aklasséiert, deen zum Muselfränkesche gehéiert. An der Linguistik gëtt et och alt zu de sougenannten Ausbausproochen, respektiv Kultursproochen, gezielt.

D'Lëtzebuergescht gouf de 24. Februar 1984 per Gesetz als Nationalsprooch an nieft dem Franséischen an dem Houdäitschen als eng vun den dräi administrative Sproochen zu Lëtzebuerg deklaréiert. Lëtzebuergesch gouf 1995 per Gesetz als Ëmgangssprooch an de Gemengeréit deklaréiert. Conseillere kënnen och eng aner offiziell Sprooch benotzen, mä et besteet keng Iwwersetzungsflicht.

Spéitstens zanter dem Gesetz vun 1984 gëtt Lëtzebuergesch national wéi eng eegestänneg Sprooch behandelt.

Ofgesi vun dësen éischter technesche Critèren ass et virun allem och de symbolesche Charakter, d'Identifikatiounselement dat dra läit, wat et mat sech bréngt, datt d'Lëtzebuerger dat, wat se schwätzen, als hir Sprooch ugesinn.

Lëtzebuergesch gëtt zu Lëtzebuerg geschwat, mä och nach an de Grenzregioune vu sengen Nopeschlänner: an Däitschland an der Géigend ëm Béibreg an am Museldall ronderëm Tréier, an der Belsch an der Provënz Lëtzebuerg, am Arelerland, an a Frankräich an enger Partie vu Loutrengen. Wat ee méi a Richtung Oste geet, wat dat, wat geschwat gëtt, ëmmer méi an déi aner muselfränkesch Dialekter iwwergeet. Mat vill guddem Wëll kann een och nach d'USA dobäizielen, wou d'Kands(-kands-)kanner vun deene Lëtzebuerger, déi am 19. Joerhonnert dohin ausgewandert waren, nach vereenzelt Lëtzebuergesch schwätze kënnen. Geleeëntlech gëtt nach ëmmer dat, wat a Siwebiergen/Transsylvanien (Rumänien) geschwat gëtt oder gouf, wéinst engem Glach mam Lëtzebuergeschen dobäigezielt, och wa sech dat scho laang als wëssenschaftlech net haltbar erwisen huet
An der Belsch an a Frankräich gouf Lëtzebuergesch allerdéngs laang Zäit nom Zweete Weltkrich net geléiert, soudatt et virun allem eeler Generatioune sinn, déi et nach schwätzen. Doduerch, datt et fir déi vill Frontalieren um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart nëtzlech ass, gëtt et awer erëm, zum Beispill an Owescoursen, geléiert.

Et gëtt verschidden Dialektforme vum Lëtzebuergeschen: Areler, Eechternoacher, Kliärrwer, Minetter, Miseler, Stater, Veiner, Weelzer, asw. Fréier gouf et souguer vun Duerf zu Duerf Ënnerscheeder bei verschiddene Wierder, oder et koum zu am Rescht vum Land onbekannte Wierder (z. B. al Rëmelenger Wierder wéi Klëppchen oder Schëntercher). Déi Ënnerscheeder sinn an historesche Sproochatlante genee beschriwwe ginn.

Duerch d'Mobilitéit vun de Leit an och duerch déi geschwate Medien (Radio an Televisioun) verlafe sech dës Ënnerscheeder awer ëmmer méi, respektiv tendéieren zu enger Zort 'Standardlëtzebuergesch', an der Linguistik Koinè genannt, hin.

No enger Rei vun Uleef gouf 1975 eng eenheetlech Orthographie duerch e ministeriellen Arrêté agefouert. 1999 goufen dës Reegele per groussherzoglecht Reglement liicht verännert. Déi offiziell Orthographie gëtt an de Schoulen, wann iwwerhaapt, nëmmen ee Joer enseignéiert, wat dozou féiert, datt weiderhin individuell Orthographievarianten an der Praxis koexistéieren.

Zanter 2006 gëtt et e Spellchecker, deen ënner enger fräier Lizenz steet an dorop ausgeluecht ass, mat de gängegen Open-Source-Programmer ze funktionéieren (OpenOffice, Mozilla Thunderbird, asw.). Dësen Utilitär ënner dem Numm www.spellchecker.lu gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt.

Lëtzebuergesch gouf 2009 vun der Unesco an de Weltatlas vun de Sproochen, déi a Gefor sinn, opgeholl. D'Vitalitéit vun der lëtzebuergescher Sprooch gëtt an der Online-Versioun vum Atlas als onsécher (unsafe) agestuuft.

Déi Ausso ass zu Lëtzebuerg ëmstridden, virun allem bei Fuerscher, déi sech mat der Lëtzebuerger Sprooch befaassen. De Soziolog Fernand Fehlen (Uni Lëtzebuerg) vertrëtt z. B. d'Meenung, d'Lëtzebuerger Sprooch wier net um Ausstierwen, am Géigendeel, si géif sech gutt entwéckelen, sou als Invité vum Dag den 9. Mäerz 2009 um Radio 100,7.

An der Kulturchronik vum Radio 100,7 geet de Jean-Claude Majerus den 10. Mäerz 2009 nach emol op de Sproochenatlas vun der Unesco an. Hei gouf d'Lëtzebuerger Sprooch jo als onsécher Sprooch mam Niveau 1 aklasséiert (déi Bayresch Sprooch huet déi selwecht Astufung). Dat kënnt dohier, datt d'Unesco Critère benotzt wéi beispillsweis a wéi engem Mooss eng Sprooch an der nationaler Press geschriwwe gëtt. Wéinst hirer schwaacher Stellung an der geschriwwener Press ass d'Lëtzebuergesch do agestuuft ginn.

De lëtzebuergesche Linguistik- a Literaturlabo op der Uni Lëtzebuerg zeechent en anert Bild vun eiser Sprooch: verglach mat den 1970er an de 1980er Joren huet d'Lëtzebuergesch signifikativ u Bedeitung zougeholl, ëmmer méi Leit schwätzen et, et gouf nach ni sou vill op Lëtzebuergesch geschriwwe wéi haut, an dat net nëmmen an der Literatur, mä och a nei Beräicher wéi d'elektronesch Post (Email, SMS) oder um Internet (Wikipedia, Websäiten, Bloggen, Facebook). Experte wéi de Fernand Fehlen ginn och ze bedenken, datt d'Lëtzebuergesch eng kleng a jonk Sprooch ass, déi voll an der Entwécklung stécht, an där hir Plaz an der kultureller a soziokultureller Landschaft vu Lëtzebuerg erhale wäert bleiwen.

De Statec huet 2011 an 2017 objektiv Donnéeë virgeluecht. Vun de Kanner déi tëscht 2007 an 2011 als Lëtzebuerger gebuer goufen hunn der just 78,4 % d'Lëtzebuergescht als Haaptsprooch. Vun der aktiver auslännescher Populatioun sinn et 2017 nach déi Däitsch vun deene der am meeschten op d'mannst e gewëssen Niveau am Lëtzebuergeschen hunn (42,8 %), virun de Belsch (24,9 %), Portugisen (20,4 %), Italieener (18,4 %) an zum Schluss d'Fransousen (15,6 %) - an der Moyenne kënnen also eng 80 % vun hinne guer kee Lëtzebuergesch. Dem Alter no gekuckt sinn et um Stand vun 2011 nach déi jonk Auslänner an déi vun där eelerer Generatioun déi déi zu de meeschte Lëtzebuergesch als Haaptsprooch ugesinn, vu 27 bis 65 Joer sinn et der just 5 % oder souguer manner. Am Ganzen ass et 2017 sou, datt 60,7 % vun alle Leit déi zu Lëtzebuerg liewen d'Sprooch kënnen, an 39,3% hunn net mol eng rudimentär Basis vum Lëtzebuergeschen.

De Fall, oder de Kasus, gëtt op Lëtzebuergesch haaptsächlech am Artikel (den, en), aner Determinanten (mäin, dësen, keen), an an attributiven Adjektiver gewisen. D'Lëtzebuergesch kennt 3 Fäll: den Akkusativ, deen och d'Funktioun vum Nominativ iwwerholl huet, den Dativ an nach an e puer Expressiounen de Genitiv. Vum Nominativ bleift just nëmmen e puer Nominalphrasen (NP) wéi der Däiwel oder eiser Herrgott.

Well de Genitiv am Lëtzebuergeschen net ausgepräägt ass, gëtt d'Possessioun mam Dativ ausgedréckt: dem Mann säi Buch. Dëst gëtt dacks als Genitivëmschreiwung genannt, Genitivumschreibung op Däitsch a periphrastic genitive op Englesch.

Wat d'Zuel ugeet, do kennt d'Lëtzebuergescht d'Eenzuel (de Singulier) an d'Méizuel (de Pluriel). Et ass d'Eenzuel, déi onmarkéiert ass. Dëst heescht, datt et eng Méizuelendung gëtt, mä keng Eenzuelendung. Am Lëtzebuergesche kennt d'Méizuel keng Geschlechter, déi gëlle just an der Eenzuel.

Geschlechter (Genus) gëtt et der dräi: männlech, weiblech, a sächlech. Dat biologescht Geschlecht vu Leit an Déieren entsprécht an deene meeschte Fäll och dem Wuert sengem Geschlecht. Sou ass de Papp, de Mann, den Dokter männlech an d'Mamm, d'Fra weiblech. Ausnam ass dMeedchen, dat sächlech ass.

D'Nimm vun den Deeg, Méint a Joreszäite si männlech. Ausnam ass dFréijoer, dat sächlech ass.

D'Nimm vun de Beem, Blummen a Friichte sinn am Allgemenge weiblech: d'Dänn, d'Eech, d'Rous, d'Piisch.

Zesummegesat Wierder kréien de Genus vum leschte Wuert:

Wierder, déi net mat engem biologesche Geschlecht verbonne sinn, kënnen iergendee Geschlecht hunn, ouni datt d'Wuert mat dësem grammatesche Geschlecht eppes ze dinn hätt.

Verschidden Endunge kënnen de Genus bestëmmen:

Wierder mam Prefix Ge- si sächlech, si bezeechnen dacks Kollektiver: d'Geméis, d'Gestreids, d'Gebraddels, d'Gefréiss..
 

En Adjektiv ass e Wuert, dat e Substantiv beschreift, mä et kann awer och als Adverb benotzt ginn, wou en dann en anert Adjektiv beschreift, oder e Verb, oder eng ganz Konstruktioun. Morphologesch gesi gëtt et zwou Kategorië vun Adjektiver: si sinn entweder attributiv oder predikativ. Predikativ Adjektiver kommen nom Substantiv a ginn net deklinéiert:

Attributiv Adjektiver kommen awer virum Substantiv ginn deklinéiert a kréien hir respektiv morphologesch Endung:

Interessant ass och hei, datt déi bestëmmt Artikelen dacks virun engem attributiven Adjektiv d'Form vum Demonstrativ unhuelen: weiblech d gëtt déi (oder och di), sächlech d' gëtt dat, a Méizuel d' gëtt déi.

De Komparativ gëtt am Lëtzebuergeschen analytesch gemaach, dat heescht, datt d'Adjektiv selwer net geännert gëtt (z. B. -er, wéi am Däitschen), mä, datt nach en anert Wuert drugehaange gëtt. Dofir gëtt net *schéiner gesot, mä méi schéin:

Beim Superlativ gëtt tëscht dem relative Superlativ an dem absolutte Superlativ ënnerscheet:

De sougenannte superlatif relatif épithète gëtt d'selwecht deklinéiert wéi en adjectif épithète.

An engem onmarkéierte Saz ass d'Wuertuerdnung SVO, also Sujet, Verb, an Objet: Ech iesse Kuch. Wann am Ufank vum Saz nach en Zousaz oder en Attribut (Englesch: adjunct) steet, da kënnt als éischt d'Verb an duerno de Sujet: Muer iessen ech Kuch. Dëse Phenomeen gëtt V2 (Verb Second) genannt, well d'(Haapt)Verb ëmmer an zweeter Positioun ass.

Lëtzebuergesch huet awer och e Mëttelfeld, wou den Objet vum Saz tëscht dem Hëllefsverb op der lénkser Säit an dem Haaptverb op der rietser Säit steet: Ech muss Kuch iessen.

An Niewesätz ass d'Wuertuerdnung SOV: datt ech Kuch iessen. Wann an engem Niewesaz en Auxiliaire an e Participe passé ass, da kënnt d'Haaptverb fir d'éischt an den Auxiliaire fir d'lescht: datt ech de Kuch giess hunn. Wann an engem Niewesaz e Modalverb an en Infinitiv ass, da kënnt d'Modalverb fir d'éischt: datt ech Kuch muss iessen. Et wier awer net falsch wann d'Modalverb am Enn kënnt (datt ech Kuch iesse muss) oder souguer virum Objet (datt ech muss Kuch iessen).

Neologisme sinn nei Wuertbildungen an nei Bedeitunge vu Wierder, déi schonn existéieren.




#Article 104: Frontalier (139 words)


E Frontalier (oder Grenzgänger) ass eng Persoun, déi am Nopeschland vun deem Land schafft, an deem se wunnt.

Enn 2014 waren zu Lëtzebuerg ronn 180.000 Leit Frontalieren (168.700 aus den Nopeschlänner an 11.600 Residenten). Ronn d'Hallschecht vun den Net-Resident-Frontaliere kënnt aus Frankräich a jee e Véierel kënnt aus der Belsch an aus Däitschland.

Enn 2019 hunn iwwer 200.000 Leit aus den 3 Nopeschlänner zu Lëtzebuerg geschafft.

D'Zuel vun de Frontalieren zu Lëtzebuerg geet zënter Joerzéngten an d'Luucht:

Evolutioun vun der Zuel vun de Frontalieren zu Lëtzebuerg:

Frontaliers non résidents 

Frontaliers résidents

 x 1000; Quell:  STATEC.

Enger Etüd vum STATEC no ginn d'Frontaliere ronn 20 % vun hirer Pai zu Lëtzebuerg aus; dat waren am Joer 2007 ronn 1,2 Milliarden Euro.

Wéinst deenen deiere Grondstécks- an Haiserpräisser zu Lëtzebuerg gëtt et och ëmmer méi Lëtzebuerger selwer, déi dëse Status hunn.




#Article 105: Loutrengen (279 words)


Loutrengen (fr.: Lorraine) ass eng fréier Regioun am Nordoste vu Frankräich. D'Awunner sinn dLoutrenger (fr.: Lorrains a Lorraines).

Am Kader vun enger territorialer Reform goufen déi dräi franséisch Regiounen, Loutrengen, Elsass a Champagne-Ardenne den 1. Januar 2016 zesummegeluecht fir eng nei Regioun mam Numm Grand Est ze bilden.

Loutrengen war déi eenzeg franséisch Regioun déi eng Grenz mat dräi Länner hat, nämlech mat der Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland. Ausserdeem war Loutrengen d'Nopeschregioun vun de fréiere Regiounen Elsass, Champagne-Ardenne a Franche-Comté.

Den Ursprong huet Loutrengen am karolengesche Kinnekräich Lotharingie. Wéi d'Kinnekräich verschwënnt, gëtt vu béide Säiten u Loutrenge gerappt, vum Hellege Réimesche Räich a vu Frankräich. Obwuel d'Räich ufanks nach d'Nues fir huet, verléieren d'Keeseren awer am Laf vun der Zäit ëmmer méi d'Kontroll iwwer Loutrengen, zugonschte vu Frankräich. Trotz de méi rezenten däitsche Versich vun 1871 an 1940 gehéiert Loutrengen haut zu Frankräich. En etlech Leit op der elsässescher an däitscher Grenz (Departement Moselle) schwätzen haut nach, nieft franséisch, en däitschen Dialekt.

Mat 44 Milliarden Euro produzéiert Loutrengen 3,4 % vum franséische BIP, wat d'Regioun op déi 8. Plaz vun den 22 Regioune bréngt. D'Servicer fir Entreprisen an d'Logistik sinn déi zwéi Secteuren, wou een déi stäerkst Progressioun feststelle kann. Parallel dozou verschlechtert sech d'Situatioun vun den traditionellen Industrien (Textil, Metallurgie). Konsequenz dovun ass en héije Chômage-Taux.

Duerch seng geographesch Lag war a Loutrengen zu allen Zäiten en Austausch tëscht franséischer a germanescher Kultur. Sou hu vill Saache sech mol als éischt a Loutrenge verbreet, éier de Rescht vu Frankräich eppes dovu matkritt huet. Aus Loutrenge kommen och vill kulturell Tendenzen, wouvun déi bekanntst wuel den Art nouveau ass, deen a Frankräich vun der École de Nancy verbreet gouf.




#Article 106: Minettsgéigend (769 words)


 

De Minett ass den Numm, dee fir eng Géigend am Südweste vu Lëtzebuerg gebraucht gëtt.

Als Minettsgéigend bezeechend een déi Partie vum Lëtzebuerger Land, wou am Buedem en eisenhalteg rout Äerz virkënnt, dat Minett genannt gëtt, an dem Buedem déi typesch raschtbrong Faarf gëtt.

Dës Géigend läit am Süde vum Guttland op der Grenz mat Frankräich an der Belsch. D'Haaptstad vun der Minettsgéigend ass Esch-Uelzecht. Déi ganz Minettsgéigend ass vun der Eisen- a Stolindustrie markéiert an huet hire ganze Räichtum der Existenz vun de Schmelzen ze verdanken. Dëst erkennt een och un de villen Aarbechtersiidlungen an Industriebroochen, déi an der Géigend ze fanne sinn.

De Minett ass, nieft der Stad Lëtzebuerg, déi Géigend zu Lëtzebuerg mat der héchster Populatiounsdicht.

An der Literatur  iwwer d'Exploitatioun vun der Minett zu Lëtzebuerg, gëtt vum lothringisch-luxemburgischen Becken geschwat. Dëse Minettsbaseng gëtt agedeelt an de Bassin de Briey, de Bassin de Metz-Thionville, an de Bassin de Longwy, mat am Ganze 94.000 ha a Frankräich; 305 ha leien an der Belsch an 3.670 ha um Lëtzebuerger Territoire; zesumme mécht dat en Total vu 97.975 ha. Lëtzebuergesch Auteure schreiwe vun 106.000 ha am Ganzen. De Lëtzebuerger Deel gëtt an zwee gedeelt, de Baseng westlech vun der Uelzecht (vu Bieles iwwer Uewerkuer, Déifferdeng, Nidderkuer, Rolleng bis Rodange), an de Baseng am Oste vun der Uelzecht (Esch, Rëmeleng, Diddeleng). Interessant ze wëssen ass et och datt d'Minett am westlechen Deel kiselhalteg ass an am ëstleche kallekhalteg.

De loutrengesch-lëtzebuergesche Baseng huet e Gefäll vun ongeféier 1 % a Richtung Zentrum vum Paräisser Baseng. Dowéinst läit dat iewescht Lager zu Lëtzebuerg dacks just e puer Meter ënner dem Buedem a konnt duerch Galeriesagäng an de Fronten oder carrément duerch Dagbau erreecht ginn, wärend et a Loutrengen dofir dacks scho vill ze déif louch a just duerch Pëtzer fir den Ofbau accessibel gemaach konnt ginn.

Landschaftlech war d'Minettsgéigend deemno vu Minièren (iwwer an ënner dem Buedem) a Schlakentippe markéiert, déi awer erëm zum Deel vun der Natur erëmgeholl goufen, an haut zum Deel Naturparke sinn, oder vun 1975 u staark ofgebaut goufe fir Terrassementsmaterial ze kréien. Aner markant Punkte waren d'Schmelzen an d'Héichiewen, déi och lues a lues aus dem Landschaftbild veschwannen.

Zu de Gemengen an der Minettsgéigend ziele streng geholl just d'Gemenge Péiteng, Déifferdeng, Suessem, Esch-Uelzecht, Schëffleng, Keel, Rëmeleng an Diddeleng. Meeschtens gëtt awer einfach de ganze Kanton Esch-Uelzecht domat gemengt.

Dat bossegt ass, datt just déi Leit, déi net am Land vum roude Buedem, mä am Rescht vum Kanton Esch-Uelzecht liewen, vu sech behaapten, si kéimen aus dem Minett. Déi richteg Minettsdäpp awer kennen deen Ausdrock guer net a soe ganz einfach, si wieren aus dem Süden.

Den Ausdrock vum roude Buedem / Terres rouges fir säin Deel geet net wéi ee kéint unhuelen op dat iewescht rout Minettslager zréck, mä op den däitschen Hütten-Aktië-Veräin Rothe Erde mat senge bis zu 11 Héichiewen zu Lëtzebuerg, dee säin Numm vum Standuert vum Mammenhaus am Oochener Staddeel Rothe Erde hat, deen eytmologesch vun ofgeholztene Buedem (gerodete Erde) hierkënnt. Sou ass dann och an éischter Linn d'Schmelz laanscht d'Other Strooss zu Esch-Uelzecht Terres-rouge genannt ginn, vum Enn vum Éischte Weltkrich u bis s'ugaangs der 1970er Joren zougemaach gouf. Mat der Zäit huet deen Ausdrock sech duerch eng falsch Iwwersetzung fir d'ganz Minettsgéigend agebiergert.

Schonn am 3. Joerhonnert v. Chr. hunn d'Kelten ugefaangen, Wakeminett (dt. Bohnerz) ze sammelen an anzeschmëlzen. Dat ware kleng knollenaarteg Brongeisesteng, déi een dacks nom Plouen einfach sou um Feld fonnt huet. Spéider an der Réimerzäit ass och verschiddentlech no Eisenäerz gegruewe ginn, mä dat huet d'Liewe vun deene meeschte Leit ni grouss beaflosst. Si waren aarm Baueren, déi maximal zu e puer honnerten a verspreeten Dierfercher gewunnt hunn. Net ëmsoss huet den Napoléon 1795 d'Land als Département des Forêts a säin Empire erageholl, well ausser Bëscher an emol eng Wiss oder e Feld gouf et zu där Zäit net vill. Eng ganz Rëtsch Leit hu sech als Wander- a Geleeënheetsaarbechter duerch d'Liewe geschloen.

Op industrieller Basis goufen d'Minettssteng dunn tëscht 1860 an 1981 ofgebaut a verschafft. .

Déi meescht Waasserleef am Minett gehéieren zum Anzuchsgebitt vun der Musel. Eng Ausnam ass d'Kuer mat hiren Niewebaachen, déi zum Anzuchsgebitt vun der Meuse gehéieren.

An der Linguistik gëtt déi Dialektform vum Lëtzebuergeschen, déi am Südweste vum Land geschwat gëtt, dacks Minetter' genannt. Charakteristesch dofir si Partikularismen am Vokalismus, wéi z. B. bei de Pronomina mär an där fir mir an dir; moar a Goar fir mar/muer a Gare, asw. Dacks gëtt och de sch méi prononcéiert ausgeschwat wéi am Rescht vum Land a bei verschidde Wierder op -cht fält de ch ewech (z. B. Lut fir Luucht, Gesit fir Gesiicht).




#Article 107: Minett (Äerz) (705 words)


Minett ass en oolithescht Eisenäerz dat am Süde vum Lëtzebuerger Land usteet, an der sougenannter Minettsgéigend, souwéi a Loutrengen. Den Numm ass am Fong e pejorativen Diminutiv vu mine (Grouf) well d'Minett e relativ schappegen Eisegehalt vun 22 bis 37 % huet.

D'Minett ass wärend dem mëttlere Jura, dem sougenannten Dogger, entstanen a fir genee ze sinn am Aalenium virun 174,1 bis 170,3 Millioune Joer.

De Gehalt u Kallek a Kiselsaier spillt eng wichteg Roll, souwuel beim Ofbau wéi och bei der Verhüttung am Héichuewen. Wann d'Verhältnes CaO:SiO2 bei 1,5 läit, da kann een d'Eisenäerz ouni Zougabe schmëlzen, läit d'Verhältnes iwwer 1,5 dann ass et kallekegt Äerz, läit et drënner dann hu mer et mat kiselegem Äerz ze dinn. Zu Lëtzebuerg fënnt ee keen neutraalt Verhältnes, mä dofir awer déi zwee aner, getrennt duerch d'Uelzechtdall: am Rëmelenger Becken ass kallekegt Äerz (Fe 20-33 %; CaO 15-18 %, SiO2 6-7 %), an am Déifferdenger Becke kiselegt Äerz (Fe 29-34 %; CaO 8 %, SiO2 17 %).

D'Minett läit an zéng Lager, déi no hirer dominanter Faarf benannt goufen. Et ënnerscheet een tëscht dem routsandegen, ieweschte routkallekegem, ënneschtem routkallegen, rouden, wëlle gielen, gielen, groen, brongen, schwaarzen a grénge Lager (vun uewen no ënnen opgezielt). Zu Lëtzebuerg ware se awer net alleguer an all Minière vertrueden, gemenkerhand huet ee just dräi bis sechs Lager vu gewéinlech zwéi bis dräi Meter Déckt fonnt. Dës Minettsschichte gi getrennt vun de sougenannten Tëschemëttelen, an zwar Kalleksteen (Bengeléck), Mergel (Buch) a Sandsteen. Déi eenzel Schichte koumen zoustanen, well de Mieresspigel staark geschwankt huet, an dann aner Zorten Oflagerunge favoriséiert huet. D'Faarwe vun der Minett hänken domat zesummen op et vill Bakterië gouf déi d'Eise rout oxidéiert hunn oder net, a wéi eng aner Mineralie a wéi enger Konzentratioun mat ofgelagert goufen. Dobäi konnt eent an dat selwecht Lager och alt emol seng Faarf wiesselen, mä d'Terminologie ass trotzdem bliwwen. D'Minettslager hunn eng Neigung vun 1-2 % a Richtung Südwesten. Zu Lëtzebuerg komme se un d'Surface, soudatt een hei entweder mat Galerië riicht erafueren oder souguer Dagebau bedreiwe konnt, wärend se a Loutrénge scho vill méi déif leien an dacks just iwwer Schächt erreecht konnte ginn.

Duerch Beweegungen an der Äerdkuuscht si plazeweis Rëss entstanen, an déi gebascht Lager goufen op verschidden Héichte gesat. Et sinn déi sougenannt Verwerfungen, mat heiansdo bedeitende Spronghéichten, soudatt e Lager net ëmmer riicht weider ofgebaut konnt ginn. Déi bedeitendst Verwerfunge sinn:

Dat ganzt Becke vu ronn 100.000 ha, vun deem mat 3.740 ha just e klengen Deel op haitegem Lëtzebuerger Staatsgebitt läit, gëllt mat geschatenen urspréngleche 6 Milliarden Tonnen Äerz als eent vun de gréisste vun der Welt. Schonn am 3. Joerhonnert v. Chr. hunn d'Kelten dat sougenannte Bounäerz verhütt. D'Gallo-Réimer hu Stollen duerch de Fiels gedriwwen. Dat richtegt Ausmooss vun de Minettsvirkomme gouf awer eréischt 1850 vum Fransous Renaudin entdeckt an dat selwecht Joer hunn d'Bridder Metz sech dru gewot fir Minett an hirem Eecher Betrib ze schmëlzen. Den héije Phosphorgehalt vun der Minett (0,5 bis 1,0 %) huet uganks nach den industriellen Ofbau erschwéiert, bis datt dëse Manktem 1878 duerch d'Erfindung vum Thomas-Verfahre besäitegt konnt ginn. D'Offallprodukt Thomasmiel gouf e richtege Sege fir déi wéineg fruchtbar Éisleker Biedem an huet do den Ubau vu Weess a Gromperen erméiglecht. Eng Hellewull Minettsdäpp goufe gebraucht, als éischt aus allen Deeler vum Land, duerno koume jonk Italieener an däitsch Biergfachleit, tëscht deenen zwéi Weltkricher du virun allem Polen a Jugoslawen. Bal 7.000 Biergaarbechter waren 1906 gläichzäiteg beschäftegt, duerno sinn et der duerch den Asaz vu Maschinnen nees manner ginn. Iwwer 1.400 Doudeger huet de Biergbau am Ganzen ze bekloe gehat. Den Héichpunkt vun der lëtzebuergescher Äerzfërderung gouf mat bal 8 Milliounen Tonnen am Joer 1957 erreecht. Dat konnt awer net verhënneren, datt d'Minett do scho sukkzessiv duerch méi héich konzentréiert Importäerzer (mat engem Eisegehalt vu 60 bis 70 %) ersat gouf an ëmmer méi Grouwen hir Diere fir ëmmer hu missen zoumaachen. Den 1. Dezember 1981 huet mam Thillebierg zu Déifferdeng déi lescht Lëtzebuerger Grouf opgehalen, an den 28. Juli 1997 war och Exitus zu Tressange, Montrouge Däitsch-Oth (den Agank louch zu Esch-Uelzecht). Ee Mount drop gouf dee leschte Lëtzebuerger Héichuewen zougemaach. No ronn 140 Joer Ofbau däerft awer ëmmer nach d'Hallschent vun der Minett am Buedem waarden.




#Article 108: Réimesch Begriefnesritualer (1329 words)


Hautdesdaags ass e Kierfecht gréisstendeels eng zoue Plaz, e bësselche verstoppt vun der Ëffentlechkeet, entweder duerch Maueren, Hecke, Beem oder aneres. D'Réimer haten do eng ganz aner Visioun vum Doud, respektiv den Doudegen, wat een unhand vun de réimesche Begriefnesritualer däitlech gesäit.

Fir d'Réimer ass d'Räich vun den Doudege ganz enk verbonn mat hirem alldeegleche Liewen. Sou fanne mer och un alle grousse Stroosse kollektiv Nekropolen, an awer och eenzel Griewer vu Familljen. Déi Doudeg sinn net diskret mä gräifen dagdeeglech an d'Liewen an, a sief et nëmmen duerch d'Inscriptiounen op de Griewer (Epitaph). Dëst beweist d'Koexistenz vun deenen zwou Welten déi sech net ignoréieren, mä matenee verbannen.

Direkt vun Ufank un allerdéngs eng kleng Prezisioun: Net all d'Réimer si gläich wann et ëm d'Stierwe geet. Mir kennen hautdesdaags gréisstendeels den Doud vu wichtege Personnagen. An effektiv hunn d'Réimesch Auteuren sech wéineg ëm den Doud vum klenge Mann bekëmmert, mä hu sech bei den Eliten opgehalen, a bei de Politiker an Intellektuellen. An der réimescher Welt ass deen eenzeg wichtegen Doud dee vum männleche Staatsbierger. D'Begriefnesser vu Fra a Kanner fale méi kuerz aus, wann iwwerhaapt. Hiren Doud intresséiert d'Communautéit net besonnesch, obwuel et och do natierlech Ausname gëtt.

D'verschidden Etappen, vum Doud bis zum Begruewe vun der Läich sinn déi Zäit an där d'Famill trauert. D'Totalitéit vun de Ritualer soll de Verstuerwene vun der Welt vun de Liewenden trennen.

No engem Stiefesfall vun engem Mann muss seng Famill den Doud enger sougenannter Bestattungsfirma matdeelen. Nom Gesetz vu Pozzuoli iwwer d'Begriefnesser sollt een net ze laang waarden fir de Kierper ze begruewen, well deen eng Source vu Verschmotzung duerstellt. Mä wéi sou dacks leien Theorie a Praxis e gutt Stéck ausernaner.

D'trauernd Famill muss sech als solches weisen. Vum réimeschen Auteur Varro gi mer leider just Detailer iwwer d'Fraleit gewuer. De Varro erzielt eis vum funus indictiuum, dem feierleche Begriefnes. An der ganzer Zäit tëscht dem Doud an dem Begriefnes (dat ka bis zu enger Woch daueren) droen d'Fraleit e sougenannte Ricinum, eng Zort Schal, mat deem si ëffentlech hir Trauer weisen. Effektiv sollten d'Fraleit wärend der Trauerzäit op allméigleche Luxus verzichten, an dësen alen Accessoire droen. Si hu misse versichen, der Doud gläich ze ginn, fir ze weisen datt hir Trauer si vun den normale Stierflechen ënnerscheet.

Déi 7-8 Deeg vum Stierffall bis zur Afferung vun der porca praesentanea wärend dem Begriefnes sinn eng ëffentlech Zäit, op fir d'Stad. Am Géigesaz zu eiser Gesellschaft ass den Doud zu Roum en ëffentlecht Evenement.

Den onméiglechen Doud (mort impossible - Nicole Belayche) sinn eng Rei Ritualer déi de liewege Charactère vum Verstuerwenen ervirhiewe sollen. Eigentlech soll den Doudegen duergestallt ginn als een, deen nach lieft.

Direkt nom Doud fänkt déi éischt Sequenz un, d'siwen Deeg vun der Expositioun. Dës Period huet eng Partie Grënn: un éischter Linn soll bewise ginn datt den Doudegen net nëmme schwaachgefall ass, an enger zweeter Etapp gëtt den Doudegen a sengem Liewe gewisen.

Wéi soueng Zeremonie ofleeft wësse mer duerch den Doud vum Keeser Septimius Severus. De Verstuerwene gouf am atrium vum Haus presentéiert. Als éischt goufen déi lescht Deeg vum Verstuerwenen nogespillt, obschonn dëse schonn a Britannien gestuerwen a verbrannt gi war. Aus Wuess gouf nom Modell vum Verstuerwenen en Ofdrock geschaf.

A reegelméissegen Intervalle kommen d'Dokteren bei d'Bett vum Verstuerwene kucken, dee jo anscheinend nach lieft. De siwenten Dag kann, nodeem den Doud agetrueden ass, mam Begriefnes ugefaange ginn.

Wärend der ganzer Zäit gouf de Verstuerwene gewäsch, parfüméiert, e krut seng schéinsten Toga ugedo: an dëser gloriéiser Opmaachung gëtt hien am Cortège ronderëm gefouert.

Wärend dem Cortège läit de Kierper net méi wéi wärend der Expositioun am Haus, mä e sëtzt riicht, d'Illusioun vum Liewen.

Fir de Cortège gëtt eng Praefica engagéiert: si séngt iwwer dem Doudege säi Liewen an d'Trauer iwwer säin Doud.

Déi éischt Membere vun der pompa sinn d'Virfahre vum Verstuerwenen. Hir Masken, dimagines gi vu Leit gedroen, déi dem Verstuerwene gläichen. Um Enn vum Cortège droen d'Hannerbliwwen däischter Kleeder, d'Fraleit droen hir Hoer lass: dëst soll hiren Degoût fir d'Welt däitlech maachen. D'däischter Kleeder markéieren de Lien tëscht dem Trauernden an der Welt vun den Doudegen.

Virum Doudege ginn och Käerze gedroen, obschonn de Cortège am Dag ass.

De Cortège hält traditionell op der Plaz op, wou den Doudege soll begruewe ginn.

Et fält op datt d'Gëtter an dëser éischter Woch nom Doud quasi keng Plaz hunn. Trotzdeem ass déi Zeremonie dofir net manner reliéis.

D'Zeremonie fänkt traditionell mat engem Affer fir d'Gëttin Ceres un, d'sougenannt porca praesentanea.

Den Holzkoup huet normalerweis aus Zypressenholz bestanen, wéinst dem spezielle gudde Geroch, deen dëst Holz beim Verbrenne fräigëtt. D'Äsche kommen der Famill vum Verstuerwenen zou. Allerdéngs war et Brauch, e Fanger oder en anere Kierperdeel net ze verbrennen, mä ze begruewen.

D'Grafbäiluechte déi a réimesche Griewer fonnt goufen, sinn deels Cadeauen, deels awer och Objeten déi dem Verstuerwene gehéiert hunn. Bei de Cadeaue fënnt ee gréisstendeels Iesswuere wéi Fësch, Eeër, oder Austeren. Dës Iesswueren hu keng speziell Plaz wou si am Graf leie sollen.

Ganz wichteg ass natierlech och d'Mënz déi dem Verstuerwenen an de Mond geluecht gëtt, fir de Charon ze bezuelen.

Dacks goufen och Kleeder an de Griewer fonnt, e Rimm, oder Bijouen.

Bis zum Enn vum 1. Joerhonnert war d'Verbrennen déi gängegst Method. D'Urne goufe meeschtens a kleng Monumenter gestallt. Spéider, am 2. an 3. Joerhonnert goufen ëmmer méi Leit begruewen, wat och d'Zuel vu Griewer erkläert, déi aus där Zäit fonnt goufen.

De Kierper gouf dobäi meeschtens op de Réck geluecht, mat den Ärem laanscht de Kierper. Natierlech gëtt et do och Ausnamen, déi sech d'Archeologen net ëmmer erkläre kënnen, zum Beispill Kierperen déi um Bauch leien.

Roum huet ëmmer versicht d'Welt vun de Liewende vun der Welt vun den Doudegen ze trennen, an do sinn d'Griewer natierlech keng Ausnam. Et ass verbueden, Doudeger an der Stad selwer ze begruewen. Dës Reegelung gouf ënner anerem an der Lex Ursonensis festgehalen.

Fir de Rescht spillt d'Plaz fir d'Graf, e locus religiosus, awer keng Roll, soulaang engem den Terrain gehéiert. Deen Terrain gehéiert nom Begriefnes dann dem Doudegen, a kann net méi verkaaft oder verschenkt ginn.

D'Sarkophagen, déi zu Roum gebaut ginn, gi meeschtens laanscht eng Mauer gesat, an dowéinst fënnt een op deene Griewer da meeschtens och nëmmen op dräi Säite Skulpturen.

D'Quasitotalitéit vun de Réimer huet un eng Séil gegleeft, oder e Weiderliewen nom Doud an iergendenger Form. Den Doud war fir d'Réimer keen Enn: d'Réimer hu gegleeft datt d'Séil hir Identitéit an hire Geescht behält, an am schlëmmste Fall zréckkënnt fir si ze verfollegen. Doduerch loosse sech och eng Partie Ritualer nom Doud erklären, déi fir d'Réimer ganz wichteg waren.

Wärend den néng Deeg nom Begriefnes ass d'Famill vun enger Rei gesellschaftlechen, militäreschen oder geriichtlechen Aufgaben fräigestallt (Lex coloniae Genetivae Iuliae). An dëser Zäit këmmere si sech ëm eng Partie Ritualer wéi de Sacrum novemdiale, en Iessen un deem den Doudegen indirekt deelhëlt (zum Beispill duerch d'Dekoratioun).

All d'Virfahre mussen elo vun der Famill geéiert ginn. DParentalia widderhuele sech all Joer. Dëst Familljefest huet vum 13. bis 22. Februar gedauert, bis zu den Caristia mat där ee léif Persounen déi nach um Liewe sinn éiert.

DLemuria si fir d'Famill an d'ganz Stad eng Geleeënheet fir Berouegungsritualer duerchzeféieren, fir datt d'Geeschter si a Fridde liewe loossen.

Nom Doud haten d'Réimer d'Gewunnecht, mat Wuess en Ofdrock vum Doudege sengem Gesiicht ze huelen, aus deem dann Doudesmaske fir de Verstuerwene gemaach goufen. Dëst trëfft allerdéngs nëmmen op wichteg Leit zou, déi op d'mannst en Deel vum réimesche cursus honorum hanner sech haten. Dës Imagines ginn dann am atrium vun den Hannerbliwwenen opgestallt.

DVenus Libitina gouf als Gottheet ugesinn, déi de geneeën Oflaf vun de Ritualer iwwerwaacht. Doduerch gouf gegleeft datt den Doudege gutt doiwwer ukënnt, wann ee sech un all d'Ritualer hält.

An hirem Tempel gouf all Verstuerwenen notéiert, wourëms sech héchstwarscheinlech dlibitinarii, d'Spezialisten vu Begriefnesser, bekëmmert hunn. Et gëtt ugeholl datt dës libitinarii schonn eng gewësse Positioun an der Gesellschaft haten, an datt si och gutt verdéngt hunn.




#Article 109: Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg (524 words)


Ob an den Zeitungen, dem Internet, der Justiz oder anere Beräicher, d'Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg gehéiert zum Alldag vun den Awunner a vun de Grenzgänger.

D'Gesetz iwwer de Sproochegebrauch zu Lëtzebuerg vum 24. Februar 1984 leet fest (iwwersat aus dem Franséischen):

Dëst Gesetz huet, wéi et agefouert gouf, am Fong soss näischt gemaach wéi de Status quo (virun allem am administrativ-juristeche Beräich), ze beschreiwen, nämlech dee vun der Méisproochegkeet (Polyglossie) zu Lëtzebuerg. Am Géigesaz zu anere Länner wéi z. B. der Schwäiz, Belsch oder Kanada, wou jee no Regioun verschidde Sprooche geschwat ginn, ass d'Distributioun vun de Sproochen net geographesch, mä funktionell an individuell.

'Funktionell' heescht, datt een zu Lëtzebuerg jee no Situatioun mat anere Sproochen ze dinn huet - kuckt dozou weider ënnen. 'Individuell' heescht, datt déi eenzel Persounen zu Lëtzebuerg ënnerschiddlech Sprooche gebrauchen - ëmmerhi si bal 50 % vun den Awunner Net-Lëtzebuerger, a vun all deenen, déi zu Lëtzebuerg schaffen, si manner wéi en Drëttel Lëtzebuerger.

De Gebrauch, wéi en hei ënnendrënner beschriwwe gëtt, bezitt sech op déi funktionell Distributioun, virun allem aus der Siicht vun de Lëtzebuerger Mammesproochler. Fir déi individuell Distributioun, kuckt den Artikel Demographie vu Lëtzebuerg.

D'Ëmgangssprooch an der Chamber ass Lëtzebuergesch, heiansdo och Franséisch, wann z. B. Gesetzestexter zitéiert ginn.

Lëtzebuergesch gëtt 1995 per Gesetz als Ëmgangssprooch an de Gemengeréit deklaréiert. Conseillere kënnen och eng aner offiziell Sprooch benotzen, mä et besteet keng Iwwersetzungsflicht.

Cf.  vum nationale Literaturzentrum.

Déi geschriwwe Press zu Lëtzebuerg gebraucht haaptsächlech Däitsch, Lëtzebuergesch gesäit ee just ganz vereenzelt a verschiddene Kolumnen (Diglossie). Ganz rar sinn s'och op Franséisch, Portugisesch oder Englesch (meeschtens Zeitungen, déi sech speziell un d'Auslänner riichten). Beim nationale Radio a Fernsee gëtt haaptsächlech op Lëtzebuergesch gesent.

Mat auslänneschen Aarbechtskolleegen dacks an dem Auslänner senger Mammesprooch, well besonnesch d'frankophon Frontalieren net ëmmer direkt de Besoin gesinn, fir vun Ufank u sech konsequent a Lëtzebuergesch Coursen anzeschreiwen. Mä ëmmer wann den Interlocuteur d'national Landessprooch wéinstens passiv beherrscht, dann natierlech op Lëtzebuergesch.

Den individuelle Sproochegebrauch spigelt och déi komplex sproochlech Situatioun am Land erëm. D'Vollekszielung vun 2011 huet follgend Resultater ervirbruecht:

Am Alldeegleche gebrauche 70,5 % vun der Gesamtpopulatioun, déi am Land wunnt, (ë. a.) Lëtzebuergesch, 55,7 % Franséisch an 30,6 % Däitsch (D'Frontaliere sinn an dësen Zuelen net berücksichtegt). An der Moyenne schwätzt den Duerchschnëttsawunner all Dag 2,2 Sproochen.

Vun den Auslänner, déi am Land wunnen, schwätzen der am Ganzen 32,2 % (ë. a.) Lëtzebuergesch. Bei den Däitschen, Hollänner a Montenegriner sinn et ronn d'Hallschent, bei de Fransouse 25,3 %, de Belsch 30,4 % an de Portugise 34,9 %. 96,4 % vun de Lëtzebuerger hunn uginn, (ë. a.) Lëtzebuergesch ze schwätzen.

Eng aner wëssenschaftlech Etüd vum CEPS/INSTEAD aus dem Joer 2010 déi um Material vun der European Values Study 2008 baséiert war (eng Enquête un Hand vun engem Echantillon vun der Bevëlkerung), huet déi geschwate Sproochen an hir Heefegkeet, resp. Kombinatioun mat anere Sproochen a verschiddene Kontexter - Famill, Aarbechtsplaz, Bekanntekrees - analyséiert. Ausserdeem gouf weider ënnersicht, wat fir Sprooche jee no Land, wou een hierkënnt, an zu wat fir engem soziale Milieu ee gehéiert, gebraucht ginn.

Quell: European Values Study 2008 Luxembourg 2008, CEPS/INSTEAD 2010. Gefrot gouf en Echantillon vu 1610 Erwuessener.




#Article 110: Faksimile (110 words)


 
E Faksimile ass eng méiglechst prezis Kopie vun enger Virlag, meeschtens vun enger aler oder wäertvoller Bucheditioun, engem Dokument, wéi z. B. engem Manuskript (lat. fac - maach, simile - d'selwecht). Dobäi gëtt d'Schrëftbild sou erëmginn, wéi et am Original ass, inklusiv Biller asw., mä och z. B. Schiet um Originaldokument (Flecken, Lächer, asw.).

Et ass z'ënnerscheede vun enger Transskriptioun, wou ee just den Text an engem aneren Dokument wuertwiertlech ëremgëtt.
Et gëtt Verlagen, déi op d'Editioun vu Faksimileë spezialiséiert sinn.

D'Wuert Fax ass déi amerikaniséiert Ofkierzung vun der selwechter laténgescher Wuerzel.

Statuen, déi op ëffentleche Plaze stinn, si geleeëntlech Faksimileeën, vun deenen den Original op enger sécherer Plaz steet:




#Article 111: Communauté européenne du charbon et de l'acier (408 words)


DCommunauté européenne du charbon et de l'acier, kuerz: als CECA, Schumanplang oder Montanunioun bezeechent, ass déi éischt europäesch Communautéit.

Si gouf den 18. Abrëll 1951 zu Paräis vun Däitschland, Frankräich, Italien, Holland, der Belsch a Lëtzebuerg gegrënnt.

Si geet zréck op d'Iddi vum Jean Monnet a Robert Schuman, déi doduerch de Fridden an Europa séchere wollten, andeems datt Frankräich, Däitschland, an aner Länner déi wollten, hir Produktioun vu Kuel a Stol sollten zesummeleeën (kuckt dozou: Schuman-Deklaratioun).

D'Héich Autoritéit, d'Exekutivorgan vun der CECA, hat hire Sëtz zu Lëtzebuerg, op der Metzer Plaz. Do huet se den 10. August 1952 hir Aarbecht opgeholl.

Opgrond vum CECA-Traité ass de Gemeinsame Stolmaart den 1. Mee 1953 opgaangen an den Éischten Europäesche Stol gouf dunn zu Esch-Uelzecht gegoss.

Zu Lëtzebuerg gëtt et en etlech Stroossen, déi no der CECA benannt sinn.

Opgrond vum CECA-Vertrag goufe follgend Institutioune geschaf:

Wéi d'Europäesch Verträg fusionéiert goufen, huet d'Europäesch Kommissioun d'Aufgabe vun der Haute Autorité iwwerholl. Aus der Europäescher Konsultiver Versammlung, déi spéider Assemblée parlementaire européenne geheescht huet an deene hir Memberen nach vun den nationale Parlamenter bestëmmt goufen, ass dat fräigewielten Europäescht Parlament ervirgaangen.

De Vertrag vun der CECA ass den 23. Juli 2002 ofgelaf an net méi erneiert ginn. Seng Funktioune goufe vum Traité iwwer d'Europäesch Unioun iwwerholl.

D'Missioun vun der Héijer Autoritéit war et, fir supranational Entscheedungen ze treffen, jee nodeem onmëttelbar, oder no Unhéierung vum Comité Consultatif oder/an dem Ministerrot. A gewësse Fäll war d'Zoustëmmung vum Ministerrot erfuerdert. D'Entscheedungsgewalt am Stol-, Kuelen- an am Äerzberäich ass domat de 6 Grënnerstaate vun der CECA entzunn an op d'Héich Autoritéit vun der CECA iwwerdroe ginn.

D'Nominatioun vun de Membere vun der Héijer Autoritéit huet deemools eng hefteg Diskussioun, an déi och d'Arbed verwéckelt war, ausgeléist. Et goung ënner anerem drëm, wéi een Afloss d'Patronat an d'Gewerkschaften am zukënftegen Exekutivorgan vun der Montanunioun sollten hunn, wéi de Bäitrag  et beweist. Schliisslech hu sech d'Regierungen op déi follgend Kompositioun gëeenegt:

De Verzicht op d'Ausübung vun nationale Souveränitéitsrechter am Beräich vun der Schwéierindustrie hat fir Lëtzebuerg déi gréisst Konsequenzen. Keen anert vun de sechs Grënnerlänner huet eng Industrie der Héijer Autoritéit ënnerstallt, déi zu 24 % oder méi zu sengem Bruttoinlandsprodukt (BIP) bäigedroen huet.

Eng Rei vu Lëtzebuerger a Persoune vu Lëtzebuerger Ofstamung hunn, ausser dem Robert Schuman, dem Joseph Bech an dem Albert Wehrer, vill zum Erfolleg vum Schumanplang bäigedroen. Et sinn:

D'Fro, wou d'Communautéiten hire Sëtz sollten hunn, huet 40 Joer bis zu enger Léisung gebraucht.




#Article 112: Willibrordus-Bauveräin (121 words)


De Willibrordus-Bauveräin gouf de 25. Dezember 1861 vun Iechternacher Bierger gegrënnt, mam Zil, Suen ze sammele fir d'Iechternacher Basilika, déi deemools just nach eng Ruin war, nees opzeriichten.

Duerch Donen, Kollekten a Manifestatiounen, déi en organiséiert huet, si genuch Fongen zesummekomm, fir den Architekt Antoine Hartmann domat ze chargéieren, d'Basilika nees zu enger Kierch ze maachen.

No hirer Zerstéierung am Zweete Weltkrich, gouf d'Basilika duerch de Lëtzebuerger Staat alt erëm nei opgeriicht. De Willibrordus-Bauveräin huet am ganze Land eng Souscriptioun gemaach, fir d'Ariichtung vun der Basilika z'erméiglechen.

Well d'Basilika hautdesdaags en Nationalmonument ass, iwwerhëlt de Staat hiren Ënnerhalt. De Willibrordus-Bauveräin ass haut eng A.s.b.l., där hir Aufgaben et sinn, d'Sprangprëssessioun z'organiséieren an de Willibrord-Kult ze propagéieren.

De Bauveräin publizéit d'Zäitschrëft Feliciter.




#Article 113: Robert Schuman (514 words)


De Robert Schuman, gebuer den 29. Juni 1886 am Faubourg Clausen an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 4. September 1963 zu Scy-Chazelles bei Metz, war e franséische Politiker.

Als franséischen Ausseminister huet de Schuman d'Grënnung vun der CECA, der éischter Europäescher Communautéit, an d'Weeër geleet (kuckt: Schuman-Deklaratioun). Spéider war de Schuman President vum Europäesche Parlament. Hie gëllt, mam Jean Monnet, als ee vun de Grënnungspäpp vun der Europäescher Unioun.

De Jean-Baptiste Nicolas Robert Schuman koum 29. Juni 1886 a Clausen op d'Welt. Säi Papp war de Jean-Pierre Schuman, e Loutrenger vun Évrange, direkt hanner Fréiseng, a seng Mamm war d'Eugenie Duren (1864-1911), enger gebierteg Beetebuergerin. Well Loutrengen déizäit deelweis däitsch war hat de Robert Schuman bis nom Éischte Weltkrich déi däitsch Nationalitéit.

Vun 1896 - 1903 war hie Schüler am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg, wou hie seng Première gemaach huet. An dëser Zäit gouf hien een aktive Member an der pennaler Landsmannschaft a studentescher Ferialverbindung Amicitia Luxemburgensis, déi de 4. September 1890 am Noperquartier Pafendall gegrënnt gi war. Ee Joer méi spéit huet hien déi däitsch Première (Abitur) um keeserleche Gymnasium zu Metz gemaach.

Vun 1914 bis 1918 huet en zu Boulay an der Sous-préfecture geschafft a gouf 1918 Member vum Metzer Gemengerot.

Nodeem Elsass-Loutrengen 1919 erëm franséisch gouf, krut en d'franséisch Nationalitéit a war, vun 1919 bis zu senger Verhaftung 1940 duerch d'Gestapo, Deputéierte fir dUnion Republicaine Lorraine an der Assemblée Nationale, dem franséische Parlament.

Vun 1928 bis 1936 war de Schuman President vun der parlamentarescher Kommissioun 'Alsace-Lorraine', zäitweileg och Vizepresident vun der Assemblée Nationale.

Vun 1940 bis 1942 souz hien zu Metz an zu Neustadt an der Weinstraße am Prisong, mä konnt vun do fortlafen an ënnerdauchen.

Nom Krich 1945 war hien op en Neits Deputéierten am franséische Parlament, als President vun der Finanzkommissioun.

Vun 1948 bis 1952 war de Schuman Ausseminister an aacht Regierungen, déi ni laang gehalen hunn.

Den 9. Mee 1950 koum et zur historescher Schuman-Deklaratioun fir Europa nei opzebauen, andeems mat der CECA sollt ugefaange ginn. D'Zil wier eng Federatioun vun Europa. Den 18. Abrëll gëtt de CECAs-Traité zu Paräis ënnerschriwwen.

Vun 1953 bis 1958 huet hien eng Rëtsch Virträg a ganz Europa gehalen, fir Ënnerstëtzung vu senger Iddi vun engem gëeenten Europa ze fannen.
 
Vun 1958 bis 1960 war de Schuman zum President vum Europäesche Parlament. D'Traitéë vu Roum vun 1957 hunn Europa op dee Wee zréckgefouert, deen de Papp vun Europa schonn a senger Deklaratioun vum 9. Mee 1950 ageschloen hat.

De Robert Schuman ass de 4. September 1963 zu Scy-Chazelles gestuerwen. No engem feierleche Läichendéngscht an der Kathedral vu Metz gouf hien um Kierfecht vu Scy-Chazelles begruewen. 1966 goufe seng stierflech Iwwerreschter an d'Kierch Saint-Quentin transferéiert. Just nieft der Kierch, steet d'Haus an deem hie bis zur Lescht gewunnt huet. Haut ass e Musée an deem Haus.

Den 13.Juli 1949 gouf hie vum Buergermeeschter Émile Hamilius zum Éirebierger vun der Stad Lëtzebuerg ernannt.

Fir un de Robert Schuman z'erënneren sinn eng Plaz an eng Rei Stroossen no him benannt: zu Beetebuerg, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Fréiseng, Hielem, op der Kockelscheier, zu Ollem, Péiteng, Schuller, Zolwer an an der Stad.




#Article 114: Lëtzebuerg (Land) (1479 words)


Lëtzebuerg, offiziell dGroussherzogtum Lëtzebuerg, ass e Land an Europa, dat tëscht Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet eng Fläch vun 2.586  an hat den 1. Januar 2020 dem Statec no 626.108 Awunner. Lëtzebuerg ass Member vun der UEBL, dem Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.

Note: Vun der Geschicht vum haitege Staat Lëtzebuerg kann een eréischt vum 19. Joerhonnert u schwätzen. Virdrun ass d'Geschicht vu Lëtzebuerg als déi vun der Géigend ze verstoen, resp. där vun der Grofschaft an duerno dem Herzogtum mam selwechten Numm.

Ëm d'Joer 963 (den Datum ass ëmstridden) huet de Siegfried aus dem Haus vun den Ardennergrofen mat der Abtei Sankt Maximin vun Tréier Lännereien zu Feelen géint de Bockfiels, op deem e spéitréimescht Kastell mam Numm Lucilinburhuc stoung, getosch. Do ronderëm huet sech d'Stad Lëtzebuerg entwéckelt, an d'Haus Lëtzebuerg huet sech zu enger Grofschaft etabléiert.

Duerch Ierfschaft koum Lëtzebuerg 1556 an de Besëtz vum spuenesche Kinnek Philippe II. Vun do un heeschen d'Gebidder, déi als Nidderlande bezeechent ginn, Spuenesch Nidderlanden. 1581, no de Konfessiounskricher, hu sech d'Nidderlande gedeelt, d'Herzogtum Lëtzebuerg war vun do un Deel vun de Südlechen Nidderlanden, déi och einfach weider Spuenesch Nidderlanden oder nach kathoulesch Nidderlanden genannt gi sinn. Frankräich, dat d'Ëmklamerung duerch d'Habsburger sprengen, a gläichzäiteg de Rhäin als Grenz erreeche wollt, huet sech och fir d'Nidderlanden intresséiert, an dofir koum et ëmmer nees zu Kricher.

Nom Drëssegjärege Krich an dem spuenesch-franséische Kontinuatiounskrich koum et 1659 zum Traité vun de Pyrenäen an deem ë. a. decidéiert gouf, datt Deeler vum Herzogtum Lëtzebuerg u Frankräich kéimen (Diddenuewen, Montmédy, Damvillers, Ivoy, asw.). 1684 huet de Louis XIV. d'Festung Lëtzebuerg eruewert, an d'Herzogtum huet de facto bis 1697 zu Frankräich gehéiert.

D'Herzogtum Lëtzebuerg, grad wéi och déi aner Fürstentümer, déi d'Nidderlanden ausgemaach haten, sinn ofgeschaaft ginn. D'Fransousen hunn 9 Départements réunis (à la France) amplaz vun de fréieren Nidderlanden a vun den onofhängege Principautéite vu Léck, Stavelot-Malmedy a Bouillon agefouert. Dem alen Herzogtum Lëtzebuerg säi Gebitt ass op dräi Departementer verdeelt ginn: Forêts, Sambre-et-Meuse an Ourthe. Duerch den Traité vu Campo-Formio, am Oktober 1797, huet Éisträich zu Gonschte vu Frankräich op déi südlech Nidderlande verzicht. Domat waren och d'Awunner vum ale Lëtzebuerger Raum no internationalem Recht Fransousen.

Um Wiener Kongress 1815 gouf dat viregt Herzogtum Lëtzebuerg vun den europäesche Groussmuechten net restauréiert. D'Preisen, déi d'Ostufer vun der Musel scho besat haten, kruten nach all déi al lëtzebuergesch Gebidder ëstlech vun der Our, mat Ausnam vu Veianen, an déi ëstlech vun der Sauer. Aus dem Gebitt vum Département des Forêts an Deeler vum Departement Sambre-et-Meuse ass, aus reng strategesch-diplomateschen an dynastesche Grënn, ee Groussherzogtum ginn. De Wëllem vun Oranien-Nassau, dee grad kuerz virdrun als hollännesche Kinnek Wëllem I. unerkannt gi war, gouf a Personalunioun Groussherzog vu Lëtzebuerg. Dat neit Lëtzebuerger Land gouf och an den Däitsche Bond (eng Zort Ersatzräich) integréiert, an d'Festung Lëtzebuerg gouf eng Bundesfestung, wat dem preisesche Kinnekräich d'Garnisounsrecht erméiglecht huet. Vun Zäit zu Zäit sollten d'Vertrieder vun deene ronn 40 Länner, déi am Däitsche Bond waren, sech ënner dem Virsëtz vum Keeser vun Éisträich zu Frankfurt treffen. Well de Wëllem I., dee Kinnek vun de Vereenegten Nidderlande war, och als Herrscher vu Lëtzebuerg wéi ee Kinnek wollt behandelt ginn, huet hien um Wiener Kongress drop gehale fir Grouss-Herzog ze ginn, also eng Kinneklech Houheet (deut. Königliche Hoheit, fra. Altesse royale), wat en als einfachen Herzog vu Lëtzebuerg net hätt kënne sinn. Dat ass d'Erklärung, firwat Lëtzebuerg als Grouss-Herzogtum nei entstanen ass (et huet deemno glat näischt mat der Gréisst vum Land ze dinn). 1830 huet dem Wëllem I. seng onglécklech-ongerecht Politik a senge Südprovënzen d'Belsch Revolutioun ausgeléist, déi och ee gudden Deel vun de Lëtzebuerger begeeschtert huet, well hien, eise Groussherzog, säi Groussherzogtum praktesch ëmmer nëmme wéi déi 19. Provënz vu sengem Räich behandelt hat. Den 19. Abrëll 1839, néng Joer no der Grënnung vun der Belsch, gouf um Traité vu London, no laangem hin an hier, d'Groussherzogtum an zwee gedeelt: de westlechen Deel, deen haaptsächlech franco-romanesch (Wallounesch a Louthrengesch) war, gouf als Provënz Lëtzebuerg der Belsch zougesprach, an de germanophonen, also ëstlechen Deel, ass - weiderhin als Groussherzogtum - fir d'éischt Kéier een eegestännege Staat ginn, allerdéngs nach ëmmer (bis 1890) a Persunalunioun mat Holland.

Déiweg Neutralitéit huet 1914-1918 a 1940-1944/45 Däitschland net doru gehënnert, Lëtzebuerg am Éischten an am Zweete Weltkrich ze besetzen. Am Zweete Weltkrich gouf Lëtzebuerg de facto wéi e Reichsgebiet behandelt. Am Ufank mat schéi Schwätzen, duerno mat Terror, hunn d'Besatzer probéiert, d'Lëtzebuerger dovun z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich géife gehéieren. Eng lëtzebuergesch Minoritéit, déi ofschätzeg Gielemännercher, genannt gouf, huet mat den Nazie collaboréiert. Vun 1942 sinn d'Lëtzebuerger an d'Wehrmacht agezu ginn. 1944/45 gouf den Norde vum Land wärend der Ardennenoffensiv uerg zerstéiert.

Nom Krich huet Lëtzebuerg seng Neutralitéit opginn an ass Member vun enger Rëtsch inter- oder supranationalen Organisatioune ginn, dorënner dem Benelux, der NATO an der CECA, dem éischte Virleefer vun der EU.

Lëtzebuerg ass eng representativ Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie mat engem Groussherzog als Chef vum Land.

E Parlament, Chamber genannt, gëtt fir 5 Joer gewielt; 60 Deputéierte vertriede véier Walbezierker. D'Opdeelung vun de Sëtz no de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass déi heiten: d'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (chrëschtdemokratesch) 23 Sëtz, d'LSAP (sozialistesch) 13 Sëtz, d'Demokratesch Partei (liberal) 13 Sëtz, Déi Gréng (gréng) 6 Sëtz, d'Alternativ Demokratesch Reformpartei 3 Sëtz an Déi Lénk 2 Sëtz. D'Piratepartei, d'KPL an d'PID sinn net an der Chamber vertrueden. Aus deene Walen ass d'Regierung Bettel-Schneider ervirgaangen, eng Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an Déi Gréng. Si gouf de 4. Dezember 2013 vereedegt.

Um Plang vun der Europäescher Unioun ass Lëtzebuerg duerch sechs Deputéiert (vun am Ganze 754) am Europäesche Parlament vertrueden. Am Ministesch-Conseil huet et 4 Stëmmen (op 345).

D'Lëtzebuerger Verfassung seet (no enger Ännerung vun 1948), datt e Gesetz de Sproochegebrauch reegelt. Dës Gesetz vum 24. Februar 1984 leet fest, datt d'Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger d'Lëtzebuergesch ass; datt d'Gesetzestexter an hir Bestëmmungen, wéi s'auszeféiere sinn, op Franséisch geschriwwe ginn; an datt ee, wat d'Verwaltungssproochen a juristesch Sprooche betrëfft, vum Franséischen, Däitschen oder Lëtzebuergesche Gebrauch maache kann. Bierger kënnen eng Demande un d'Verwaltung op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch schreiwen, d'Äntwert muss, sou wäit wéi méiglech, an der selwechter Sprooch sinn.

Am Géigesaz zu Länner wéi z. B. der Schwäiz oder der Belsch, wou jee no Regioun verschidde Sprooche geschwat ginn, ass d'Distributioun vun de Sproochen net geographesch, mä funktionell an individuell (Polyglossie).

D'Lëtzebuergesch huet sech lues a lues an der Perceptioun vun de Lëtzebuerger vun enger Variant vum Däitschen (Onst Däitsch) zu enger eegener Sprooch gewandelt. Och vum Gebrauch hir ass et an deene leschte Joerzéngten iwwer déi traditionell Domäne vun engem Dialekt erausgewuess a gëtt haut vun der Fuerschung als déi neist germanesch Sprooch ugesinn.

Lëtzebuerg ass an zwielef Kantonen an  Gemengen agedeelt. Dräi Verwaltungsdistrikter, déi et virdru gouf, goufen 2015 ofgeschaaft.

D'Land ass an zwéi Geriichtsbezierker agedeelt, de Bezierk Lëtzebuerg an de Bezierk Dikrech. De Bezierk Lëtzebuerg ass fir d'Friddensgeriichter op Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht opgedeelt.

Lëtzebuerg läit a Westeuropa tëscht der Belsch, Frankräich an Däitschland.

Zu den Haaptentreprisen zu Lëtzebuerg zielen (klasséiert no der Zuel vun hiren Employéen): Arcelor, Goodyear, Groupe Cactus, CFL, BGL BNP Paribas, Banque internationale à Luxembourg, Luxair, Pedus Service, BCEE, Groupe Guardian, Du Pont de Nemours, Kredietbank, Groupe Courthéoux-Match, Cargolux, Groupe Saint-Paul, Brink's Security Luxembourg, ING, Groupe Céramétal, Auchan Luxembourg.

Lëtzebuerg hat den 1. Januar 2017 ronn 590.700 Awunner, eng 14.500 méi wéi dat Joer virdrun. Dovu sinn 309.200 (52,3%) Lëtzebuerger an 281.500 Auslänner (47,7%). Vun der Gesamtbevëlkerung si ronn 96.800 Leit Portugisen, 44.300 Fransousen, 21.300 Italieener, 20.000 Belsch, 13.100 Däitscher, 6.100 Britten a 4.300 Hollänner. Eng weider 34.400 Leit hunn d'Nationalitéit vun aneren EU-Staaten, a 41.200 vu baussent der EU.

Am Laf vum Joer 2009 ass d'Zuel vun enger hallwer Millioun Awunner iwwerschratt ginn. Vun 1995 bis 2010 ass d'Wunnbevëlkerung, bannent 15 Joer, ëm ronn 100.000 Leit gewuess; vum Enn vum Zweete Weltkrich bis 2016 souguer ëm 286.000, wat praktesch eng Verdueblung ass. De Bevëlkerungswuesstem geet zum groussen Deel op den Zouzuch vu Leit aus dem Ausland zréck, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen:

D'Zuel vun den Aarbechtsplazen ass vun 197.500 am Joer 1995 iwwer 307.700 am Joer 2005 op p 418.400 am Joer 2016 geklommen.. Dës héich Zuel vun Aarbechtsplaze bréngt och mat sech, datt déi zu engem ëmmer méi groussen Deel vu sougenannte Frontaliere besat ginn. Hir Zuel ass vu 56.100 am Joer 1995 iwwer 119.700 am Joer 2005 op 173.800 am Joer 2015 geklommen. 2016 waren et der 180.900.

Lëtzebuerg huet joerzéngtelaang eng Pionéierroll a punkto europawäite kommerzielle Radio- (zanter 1929) an Televisiounsprogrammer (zanter 1954) gespillt. Haut nach huet d'RTL Group hei hire Sëtz. 1988 gouf deen éischte Lëtzebuerger Televisiounssatellit, Astra 1A op Orbit geschéckt; eng sëllege koumen der no, déi vun der SES, déi hire Sëtz zu Betzder huet, bedriwwe ginn.

An deene leschte 2 Joerzéngten huet och d'Lëtzebuerger Filmproduktioun en Opschwong erlieft, ongeféier 40  gëtt et am Land.




#Article 115: Dogma 95 (944 words)


Dogma 95 ass e filmescht Manifest vun ënner anerem dem Lars von Trier.

Et war am Mäerz 1995, zu Paräis. De Film huet grad säin honnertste Gebuertsdag gefeiert, an all déi grouss an dichteg Filmleit hunn zesummen gesiess an iwwer Filmer a Kino philosophéiert. Wier do net sou en duerchgeknalltenen Dän duerch den Odéon Theater, Schauplaz vun den Festivitéiten, gelaf an hätt rout Ziedelcher verdeelt an duerch d'Loft gehäit, ob deenen e Manifest stoung. Dat sougenannte Keuschheitsgelübd, den Dogma95. Vill Leit hunn déi Aktioun vum nach relativ jonke Lars von Trier fir e Witz gehalen. E Witz, dee kee war...

De Lars von Trier heescht eigentlech Lars Trier. De von huet e sech spéider ugëeegent. De Lars von Trier ass en zimmlech egozentresche Mënsch a fält ëmmer erëm op duerch absurd Iddien. Sou zum Beispill huet hien, wéi hien am Idioterne d'Regie gefouert huet, um Regiestull keng Kleeder ugehat, hie war plakeg. Ausserdeem ass hien deen Eenzege gewiescht, deen et bis elo gepackt huet, Leit wéi d'Björk psychesch sou ze zerleeën, datt se 5 Joer keng anstänneg Musek méi kënne maachen. De Lars von Trier probéiert ëmmer nei Saachen ze maachen, wou een him ka virwerfen, datt hie seng Stäerkten net ausbaut.

Den Thomas Vinterberg ass zu Kopenhagen gebuer.

Dee räichen Helge Klingenberg feiert säi 60. Gebuertsdag. Op sengem Landwiesen invitéiert hien déi ganz Famill, Frënn a Bekannter fir déi Geleeënheet mat hinnen ze feieren. Et ass eng perfekt Idyll, vergiess ass de Suizid vu senger Duechter Linda virun engem hallwe Joer. Bis säi Jong, de Christian, eng Ried hält. An där Ried erkläert hie gemittelech a ganz roueg, datt säi Papp, hien a seng Schwëster Linda iwwer Jore vergewaltegt huet. Dann hieft hien d'Glas Op dee Mann dee meng Schwëster embruecht huet, ob e Mäerder (to the man who killed my sister, to a murderer). Domat brécht am Haus Klingenberg d'Panik aus. Den Toastmaster probéiert kënschtlech d'Laun riicht ze halen, a jiddweree probéiert z'iwwerspille wat gesot gouf.

Alles an allem ass Festen ee vun deene beschten Dogma Filmer an e brillant Beispill fir sech mam Theema Dogma 95 ze beschäftegen.

Am Idiots fënnt sech e Krees vu Kolleegen zesummen a si probéieren deen 'ënneren Idiot' ze fannen. Fir deen opzedreiwe behuele si sech wéi geeschtech Handikapéierter. De Film beschäftegt sech mat de Reaktiounen tëscht de Gruppememberen an der psychescher Differenz tëscht de Persounen. Eng Gruppesexzeen gouf speziell mat Porno-Acteure gedréit. De Lars von Trier war fréier selwer Porno-Regisseur.

Dogma-Filmer erkennt ee virun Allem un der eegewëlleger Handkameraféierung. Dobäi kann et engem am Ufank dronke ginn. Dann zeechne si sech doduerch aus datt dat fir Hollywood-Filmer typescht Bild vun der Gewalt ofgeleent gëtt. Dofir gëtt awer eng aner Komponent agesat, déi am puritaneschen Amerika tabu ass: Sex. Dogma-Filmer si voll mat Sex, wéi ee gutt am Idioterne gesäit. Fir de Festen goufen am Ganze 7 Sexzeene gedréint, vun deenen awer nëmmen eng gewise gëtt.

Domat ass Dogma haaptsächlech eng Erausfuerderung un den US-amerikanesche Film. An eenzelen Dogma-Filmer ass ausserdeem d'Bildqualitéit relativ schlecht wat duerch d'Handkamera kënnt.

D'Beweeggrënn vum Lars von Trier senger Ekipp, Dogma ze maache sinn absolut net kloer. Den offizielle Grond war laut Manifest deen iwwerstrapazéierten an iwwercosmetiséierte Film erëm ze botzen, nees wäertvoll ze machen an den Dogma als deen eenzeg richtege Film ze propagéieren.

Dat war gutt gemengt, mä e puer Problemer stoungen am Wee. En ongeschriwwent Gesetz seet, datt all Regisseur nëmmen een Dogma-Film mécht. Wat hätt dat fir en Zweck? Ausserdeem geet ewell de Lars von Trier, genee wéi den Thomas Vinterberg, vir, datt si Dogma haassen an en am léifste wéilten erëm aus der Welt schafen, souguer Wierker maachen, fir mam Dogma ofzerechnen. Ausserdeem ass dat Reegelwierk enorm enk an iwwerdriwwe penibel gewielt, kuerzerhand mécht et bal kee Sënn, ënner deenen Emstänn e Film ze maachen, wat Genië wéi de Lars von Trier och wëssen.

War Dogma95 also e geniale Coup de Pub? Wann een d'Geschicht vun Dogma verfollegt, stellt ee follgende Schema fest: 1995 gegrënnt, 1998 éischte Film (Dogma#1 Idioterne), 2001 d'offiziellt Enn duerch d'Schléissung vum Dogma-Secretariat dat d'Urkunde verdeelt huet. Dogma huet nëmme kuerz gelieft. Mä d'dänesch Regisseuren, Dänemark ass onbestridden d'Dogma-Land, hunn duerch Dogma en enormen Obschwonk erlieft an de Lars von Trier huet sech duech déi grouss Kontroversen ëm Dogma fir ëmmer an d'Käpp vun de Cineaste gebrannt. Ausserdeem, wann een ufänkt d'Strukture vum dänesche Filmgeschäft z'analyséieren, stellt ee fest, datt d'Industrie an d'Mafia an änleche Verhältnesser schafft, eng Hand wäscht déi aner.

Déi Fro geet bei allem Noliesen an Nofroen net zu Enn. Et wäert warscheinlech ni ee wësse wat de Lars von Trier mat Dogma wollt bewierken.

Dogma ass dout. Dorun däerft keen Zweiwel bestoen. An awer huet Dogma eng Spuer duerch de Kino gezunn. Generell war Dogma en Trau-Dech-Spill. Dogma huet Saache gemaach, déi kee sech getraut huet, an abeemol akzeptéiert an appréciéiert goufen. Déi extreem frai Kameraféierung zum Beispill gouf ausgebaut. Mëtt den 90er war déi duerchschnëttlech Längt vun engem Filmschnëtt 5,2 Sekonnen. Dogma huet misse wéinst technesche Prinzipien méi lues schneiden. Filmer wéi, als extremt Beispill, dem Gus Van Sant säin Elephant hu spéider beandrockend gewisen, datt e Film mat Schnëtter bis zu 8 Minutten, zwar ongewinnt ass, mä funktionéiere kann. De Film Traffic war e Film deen, obwuel e keen Dogma Film war, sech immens un de Critèren orientéiert huet, an androcksvoll weist, wéi d'Fräiheet am Film kann de Film verbesseren. E praktescht Beispill aus dem Film Dancer in the dark:

Dogma huet zum engen den dänesche Film bekannt gemaach, zum aneren d'Toleranzen ausgebaut. Allerdéngs gëllt et ze bemierken, datt de Lars Von Trier bei Dancer In The Dark selwer säin eegend Manifest iwwer Bord gehäit huet.




#Article 116: Perl (Programméiersprooch) (146 words)


Fichier:Programming-republic-of-perl.gif|right|framed|Programming Republic of  Logo

Perl ass eng villfälteg Programméiersprooch an steet fir Practical Extraction and Reporting Language.

Fir aner Bedeitunge vun deem Begrëff, kuckt Perl (Homonymie).

D'Sprooch ass an de Mëtt-Uechtzegerjoeren vum Larry Wall entwéckelt gi wéi hie probéiert huet, eng Usenet-aarteg Hierarchie vun Dateie fir e bug-reporting System ze schreiwen, wou Awk, eng aner performant Programméiersprooch, einfach net méi duergaangen ass.

D'Syntax berout op praktesche Konditiounen. Dat heescht am Fong näischt anescht wéi datt den Larry Wall aus ville verschiddene Programméiersproochen dat bescht zesummegesicht, an dunn implementéiert huet. Déi 3 wuel bekanntst Sproochen, déi als Virlag gëlle kënnen, sinn C, Sed an Awk.

Perl ass eng vun de meeschtgebrauchte Sproochen déi bei CGI benotzt gëtt, a gëtt dowéinst gär als Sprooch déi de Web zesummenhält betitelt.

Déi meescht gutt Perl Bicher kommen aus dem O'Reilly Verlag.
Opzeziele wieren:

Méi Unwendungs-spezifesch awer och ganz interessant sinn:




#Article 117: Birobidjan (140 words)


Birobidjan (ru: Биробиджан, yi: ביראָבידזשאן) ass eng russesch Stad an den administrativen Zentrum vum Jiddesche Autonomen Oblast. Se läit tëscht zwéi Flëss, dem Bira an dem Bidjan, no bei der chineesescher Grenz a Sibirien. Si huet ëm déi 75.000 Awunner.

Schonn um Ufank vun der Oktoberrevolutioun hunn d'Bolschewike sech Gedanke gemaach, wéi se déi 5 Millioune Judden, déi déi Zäit an der Sowjetunioun gelieft hunn, a landwirtschaftlech Kolonisatiounsprojete kéinten abauen. Besonnesch an ënnerentwéckelte Regioune vun deem grousse Land wollte se Leit usidelen.

Am Mäerz 1928 huet den Zentralexekutivausschoss vun der Sowjetunioun decidéiert, an der Géigend vum Floss Amur eng jiddesch Kolonie opzeriichten. Moskau ass et natierlech drëm gaangen, hire jiddesche Problem ze léisen an anengems d'Sécherung vun der Grenz mat China besser an de Grëff ze kréien. Well an deem Moment war d'Iddi vun engem palestinensesche Juddestaat ëmmer méi akut.




#Article 118: Informatik (224 words)


DInformatik (engl.: computer science) ass eng Ingenieurswëssenschaft, déi sech mat der systematescher an automatescher Veraarbechtung, Duerstellung, Späicherung an Iwwerdroung vun Informatioun, besonnesch mat Hëllef vu Computeren, befaasst.

Se huet sech ënner anerem aus der Mathematik an der Elektrotechnik entwéckelt a gëtt zanter den 1960er Joren als selbststänneg Wëssenschaft ugesinn. Well an alle Richtunge vun der Wëssenschaft d'Duerstellung, Interpretatioun, Veraarbechtung an d'Produktioun vun Informatioun eng zentral Roll spillt, déngt d'Informatik als universell Hëllefswëssenschaft.

Traditionell deelt d'Informatik sech a follgend Beräicher op:

D'Theoreetesch Informatik beschäftegt sech mat der Abstraktioun an der Konstruktioun vu Modeller an Zesummenhang mat Problemer, déi an iergendenger Weis mat Computeren ze dinn hunn. Si ass d'mathematesch Basis vun der Informatik an domat och déi eelst Deeldisziplin. Si ënnerdeelt sech ënner anerem an:

D'Praktesch Informatik befaasst sech mat de Softwaregrondlage vun der Informatik. Si gëtt dacks als de Kär vun der Informatik ugesinn, obwuel et am amerikanesche Sproochgebrauch kee richtegen Numm fir se gëtt. Zu hir zielen zum Beispill:

D'Technesch Informatik befaasst sech mat den Hardwaregrondlage vun der Informatik. Hir Wuerzele leien an der Elektrotechnik an an der Logik. De Mëttelpunkt vun der Technescher Informatik läit awer virun allem an der Kombinatioun vun den eenzele Bauelementer, soudatt se funktiounsfäeg Computeren erginn. Zu hir ginn ënner anerem gezielt:

D'applizéiert Informatik beschäftegt sech mat den Uwennungsméiglechkeete vu Computeren an allen anere Beräicher vun der Wëssenschaft.




#Article 119: Mikis Theodorakis (2150 words)


De Mikis Theodorakis (op griichesch:Μικής Θεοδωράκης), gebuer den 29. Juli 1925 op der Insel Chios (Griicheland) ass e griichesche Komponist, Schrëftsteller a Politiker. Säi Papp staamt vu Kreta a seng Mamm aus Klengasien.

Schonn als Kand war dee klenge Mikis vun der Musek gepaakt. Mat 13 Joer huet e seng éischt Kompositioune geschriwwen. Nodeem am Zweete Weltkrich däitsch, italieenesch a bulgaresch Truppen 1941 Griicheland besat haten, gouf hien 1942 zu Tripolis eng éischt Kéier vun italieeneschen Zaldote verhaft. D'Joer drop gouf hien nach eng Kéier festgeholl a gefoltert. Nodeems en erëm fräigelooss gouf, konnt en op Athen goen. Do daucht en ënner an e gëtt Member vun der Nationaler Liberatiounsfront. An där Zäit krut en heemlech Coursen am Athener Conservatoire vum Philoktitis Economidis.

No der Liberatioun gehéiert den Theodorakis zu deene Partisanen, déi d'Muechtergräifung vu konterrevolutionäre Gruppéierunge wëlle verhënneren, mä Griicheland rutscht an e schreckleche Biergerkrich eran, deen d'Land vun 1945 bis 1949 a Misär a Verzweiflong stierzt an Dausende vu Mënscheliewen op béide Säite kascht. De 26. Mäerz 1946 gëtt den Theodorakis bei enger Demonstratioun vun der Police sou zerschloen, datt e fir dout gehalen an an d'Morgue bruecht gëtt. Duerno huet e sech misse verstoppen an ass am Ënnergronn un der Tuberkulos krank ginn. 1947 gouf e verhaft an op d'Insel Ikaria verbannt. Enn 1948 gouf en, nodeem e kuerz fräigelooss gi war, op en Neits zréck op Ikaria an duerno op d'Insel Makronissos an e Vernichtungslager deportéiert, an deem Dausende vu politesche Gefaangen ëmbruecht gi sinn. De 26. Mäerz 1949 gouf e schwéier gefoltert: Seng Péngeger hunn em d'Bee gebrach an en hallef dout geschloen. Duerno hu s'en zweemol lieweg begruewen. Nëmme mat Hëllef vu Komeroden a vu sengem Papp, de Yorgos Theodorakis, deen op Kreta alles verkaaft huet, wat en hat, fir him bäizestoen, koum de Mikis als e kierperlech a séileg schwéier Blesséierten aus där Häll eraus. Awer nach zéng Joer duerno huet hien um Macronissos-Féiwer - enger Zort Epilepsie - gelidden.

 

Den Theodorakis huet zu där Ausenanersetzung bäigedroe mat sengem Lidderzyklus Epitaphios, no de Gedichter vum Yannis Ritsos, deen an zwou ganz verschiddene Versiounen zur selwechter Zäit op Disk erauskomm ass: deen een ënner dem Hadjidakis mat der Nana Mouscouri, deen aneren ënner dem Theodorakis mat dem Grigoris Bithikotsie (eng Verkierperung vum Rembetiko). Ganz Giichenland huet sech an zwee Lager gespléckt, an dës Musek ass zum Ausdrock vun de politeschen a kulturelle Géigesätz tëscht Bourgeoisie an Aarbechter, gestane Leit a Jugendlechen, politesch Rietsen a Lénkse ginn. De Mikis Theodorakis gouf ganz séier zur grousser Figur vun enger Erneierong vu Griicheland, besonnesch, nodeem den Doktor an Deputéierte vun der Gauche EDA, de Grigoris Lambrakis (Z) zu Saloniki 1963 ermuert gi war. 1964 gouf den Theodorakis als President vun der Lambrakis-Jugend an d'griichescht Parlament gewielt.

Den 21. Abrëll 1967 koum et zum Putsch vun de rietsextremen Colonellen a Griicheland. Véier Méint huet den Theodorakis als Grënner vun der Pariotescher Front géint d'Junta am Ënnergrond gekänpft. Den 21. August gouf hie vun der Sécherheetspolice verhaft, gefoltert, duerno op internationalen Drock fräigelooss, mä konnt sech nëmmen a sengem Haus zu Vrachati ophalen. 1968 gouf hien an d'Biergduerf Zatouna verbannt a spéider an d'Konzentratiounslager Oropos verschleeft, wou en erëm schwéier un Tuberkulos erkrankt war. Eng international Solidaritéitscampagne, geleet vu sou bedeitende Kënschtler wéi Dmitri Schostakowitsch, Leonard Bernstein, Arthur Miller an Harry Belafonte huet sech agesat, fir datt e sollt fräikommen.

 

Den 13. Abrëll 1970 krut de franséische Politiker Jean-Jacques Servan-Schreiber d'Autorisatioun vum George Papadopopulos, dem griicheschen Diktator, den Theodorakis mat op Paräis an den Exil ze huelen. Dem Theodorakis seng Fra a seng Kanner goufen ee Mount méi spéit vun engem Fransous, dee mat enger Lëtzebuergerin bestuet ass, aus Griicheland erausgeschmuggelt. Vu Paräis aus, huet den Theodorakis mat Honnerte vu Concerten an der ganzer Welt de Kampf géint d'Junta virugefouert. Den 11. Februar 1973 war e fir d'éischt zu Lëtzebuerg.

Dem Theodorakis säi grousse Wonsch a säin Zil war, all d'Kräfte vun der Resistenz z'eenegen. Obschonn him dat net gegléckt ass, ass hien an der ganzer Welt en héich geuechtent Symbol vum Widderstand géint all Diktatur ginn.

No hirem Versuch, den Äerzbëschof Makarios III., op Zypern ze stierzen an ëmzebréngen an der Invasioun vun den tierkeschen Truppen op der Insel, am Juli 1974, ass d'Diktatur zesummegebrach. Ee vun deenen éischten, déi erëm zréck an hir Heemecht geflu sinn, wou e wéi e Volleksheld gefeiert gouf, war de Mikis Theodorakis. Mä scho kuerz Zäit duerno ass dat aalt politescht Spill mat sengen Intrigen erëm ugaangen, an et koume fir den Theodorakis eng ganz Rei Joren, wou en tëscht Engagement a Resignatioun, Aarbecht am Parlament a fräiwëllegen Exil zu Paräis hin an hier gerappt war. Enn vun den 1970er Joren huet en zu Paräis seng sinfonesch Aarbecht erëm opgegraff, huet fréi Wierker ëmgeschriwwen an nei opgebaut, Sinfonien, Kantaten, Oratorien, Ballets- a Kierchemusek am Geescht vun der griichesch-orthodoxer Musek komponéiert. Zu gudder Lescht huet e sech mat der Oper ofginn.

Duerno huet en nëmmen nach als Komponist an als Dirigent geschafft, mä nom Doud vu sengem Brudder Yannis 1996 an no schwéiere Gesondheetsproblemer war hie net méi dee selwechte Mënsch. En huet du versicht, dofir ze suergen, wat mat sengem risege Wierk géif geschéien, wann en net méi do wier. En huet seng komplett Archiven der Fondatioun Lilian Voudouri am Megaron zu Athen vermaacht a seng lescht Wierker komponéiert: d'Oper Lysistrata (1999-2001) an 2001, d'Bünemusek zu Medea, (dem Guy Wagner dediéiert). Elo schafft en drun, fréier, nach onbekannt Wierker erauszeginn - sou Erimia (Einsamkeet) 2005 - a seng vill Schrëften ze publizéieren.

Ëmmer op en Neits awer gräift en an, wann d'politesch Ëmstänn dat vun em verlaangen: Protester géint d'NATO- Bombardementer a Jugoslawien 1999, géint d'Behandlong vum gekidnappte Leader vun de Kurden, Abdullah Öcalan, géint d'Repressioun vun de Palestinenser an d'Politik vum Ariel Sharon, wat em den absurde Virworf vun Antisemitismus abruecht huet, géint den George W. Bush, seng Regierung a seng Administratioun an dee vun hinnen ausgeléiste Krich am Irak, (2003). Den 1. Juli 2006 huet en als Haaptriedner vun der kultureller Amphiktyonie zu Delphi virun der Gefor gewarnt, datt den George W. Bush kéint Atomwaffen asetzen.

De Mikis Theodorakis ass Doctor honoris causa vun den Univsersitéite vu Montréal, Tessaloniki, Kreta an Thessalien / Volos a Commandeur vun der franséischer Éierelegioun. Am Joer 2005, wou e säin 80. Gebuertsdag gefeiert huet, krut en de russeschen Internationalen Andreas-den-Éischtberuffene-Präis an den IMC-UNESCO-Musekspräis. Obschonn hie gesondheetlech geschwächt ass, komponéiert hie weider - East of the Aegean; Rhapsodie fir Trompett an Orchester - an ergräift Positioun, wann en humanitäre Problem hie beréiert. Sou huet hien nach den 10. November 2008 eng Deklaratioun geschriwwen zugonschte vun de griichesche Prisonéier, déi an den Hongerstreik gaange sinn, fir besser Haftkonditiounen ze kréien.

Den éischte Kontakt mat Lëtzebuerg huet de Mikis Theodorakis 1954 duerch seng Fra Myrto kritt, där hire Professer um Institut Jolie-Curie zu Paräis e Lëtzebuerger war.
Am Mee 1970 gëtt dem Theodorakis seng Famill vum Jacques Lhardit aus Griicheland geschmuggelt. De Jacques Lhardit, deem seng Fra, d'Josette Robinet, eng Lëtzebuergerin war, sollt sech spéider ëm de Centre de Rencontres Neimënster bekëmmeren.

Op Initiativ vum Guy Wagner kënnt den Theodorakis 1973 eng éischt Kéier op Lëtzebuerg, fir do am Stater Theater den 11. Februar e Concert ze ginn.
De 26. Mee 1976 kommen d'Maria Farantouri an de Petros Pandis op Déifferdeng fir e Concert mat Theodorakis-Musek.

Den 12. Mäerz1978 ass den Theodorakis selwer zu Déifferdeng fir den Anniversaire vum Volleksbildungsveräin (CCD), initiéiert vum Cornel Meder. Am Kader vun dësem Evenement besicht den Theodorakis och eng Ausstellung, déi him am Lycée technique Mathias-Adam zu Péiteng dediéiert ass.

Den 9. Juli 1982 dirigéiert den Theodorakis am Kader vum Iechternacher Festival an der Basilika selwer d'Éischtopféierong am Weste vu senger 2. Sinfonie mam Orchester vun RTL an dem Cyprien Katsaris um Piano.

Den 10. Juli 1982 gëtt vum CEPA der Charlotte Kerr hire Film: Quo vadis, Mikis an der Stater Cinemathéik gewissen, a Presenz vum Theodorakis an der Regisseurin.

Den 1. Juli 1983 stellt de Guy Wagner, d'éischt Editioun vu senger Biographie iwwer den Theodorakis um Schlass an der Buerg vir. Dobäi gëtt och d'International Stëftung Mikis Theodorakis FILIKI vum Komponist selwer aus der Daf gehuewen.

Den 2. Juli 1973 ass den Theodorakis um Wisefest vun der Zeitung dobäi.

De 24. Mee 1986 gëtt den Theodorakis den 3. Concert mat populärer Musek am Escher Theater a fänkt vun do aus eng Welttournee un.

Am Mee 1987 steet de FESCHtival fir de 25. Anniversaire vum Escher Theater am Zeeche vum Mikis Theodorakis, deen awer net op Lëtzebuerg komme kann, well säi Fils George schwéier Verbrennongen erlidden hat.

De 27. Juli 1990 ass am Kader vun der Summerakademie vum CEPA d'Éischtopféierong vum Film Mikis Theodorakis - Eine Stimme für die Freiheit vun der Vivien Treuleben, a Presenz vun der Regisseurin an hirem Staff.

Den 8. September 1991 gëtt den Theodorakis säi 4. Concert: Theodorakis chante Theodorakis am Escher Theater. Dee gëtt fir den CNA vum Vivien Treuleben verfilmt an 1993 op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen.

Den 10. Oktober 1992 gëtt de Canto General an engem Projet vum InECC am Escher Theater ënner der Leedung vum Pierre Cao opgefouert. De Mikis Theodorakis kënnt op Esch an dirigéiert doraus säi Neruda Requiem aeternam.

Den 2. Mee 1995 gëtt dem Mikis Theodorakis seng Oper Electra am Stater Theater uropgefouert: e grousse Verdéngscht vum ze vill fréi verstuerwenen Direkter Jeannot Comes. An de Foyere vum Theater gëtt eng vum Guy Wagner zesummegestallt Ausstellung gewisen an déi 2. Editioun vun der Theodorakis-Biographie op däitsch virgestallt

De 15. Mee 1995 ass den Theodorakis fir d'lescht am Land fir e Concert zu Déifferdeng mat der Maria Farantouri, a Presenz vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Sybilla.

Den 12. September 1996 mécht de Guy Wagner den Internet-Site fir den Theodorakis an dräi Sproochen op, dee just zum 80. Gebuertsdag vum Mikis säin 200.000 Visiteur hat.

De 6. Mee 1998 ass déi éischt Emission Integral vum Mikis Theodorakis sengem Wierk vum Guy Wagner um Radio 100,7. Et gëtt am Ganzen 170 Emissiounen, déi bis de 26. Dezember 2001 daueren an 210 Stonne Musek a Presentatioun duerstellen.

De 14. Oktober 2000 ass d'Maria Farantouri am CAPe zu Ettelbréck. Bei där Geleeënheet gëtt déi franséisch Versioun vum Guy Wagner senger Biographie: Mikis Theodorakis. Une vie pour la Grèce, Éditions PHI virgestallt.

De 14. Oktober 2001 ginn dem Theodorakis seng Poèmes - Gedichte (Éditions PHI) zweesproocheg op der Frankfurter Buchmesse presentéiert vun der Stëftong FILIKI.

Den 12. Juni 2002 feieren d'Amis de la Grèce hire 50. Gebuertsdag mat engem Concert Maria Farantouri a Musek vum Theodorakis am Stater Conservatoire.

Den 22. Februar 2003 spillt den Orchestre philharmonique du Luxembourg am Megaron zu Athen déi 2. Sinfonie vum Theodorakis, ënner der Leedong vum Bramwell Tovey, mat dem Jean Muller als Solist. Den Theodorakis ass beim Concert dobäi.

De 24. Juli 2004 dirigéiert de Martin Folz de Canto General um Wolzer Festival.
Am Theodorakis sengem Jubiläumsjor 2005 huet den Nationale Literaturzentrum vu Miersch vum 3. Februar bis den 22. Abrëll eng grouss Ausstellung gewisen: Mikis Theodorakis, témoin de notre époque, konzipéiert a realiséiert vum Guy Wagner. De multimedialen Deel war vu sengem Fils Serge.
Am Kader vun dëser Ausstellung war de 4. Februar e Concert mat Kammermusek vum Theodorakis zu Miersch am CNL, gespillt vum Henning Schmiedt, Jens Naumilkat a Volker Schlott, des Weideren eng Liesung mat Ina an Asteris Kutulas, e Concert Maria Farantouri-Henning Schmiedt am CAPe Ettelbréck, an d'Stater Cinemathéik huet vun Abrëll bis Juni sechs Filmer mat Musek vum Theodorakis gewisen: Zorba, Etat de Siège, Serpico, Iphigenia, Trojan Women an Elektra.

Den 12. Mäerz 2005 huet d'Nena Venetsanou e Concert zu Éiere vum Mikis Theodorakis zu Nidderaanwen ginn, an den 28. Juli huet de CEPA am Kader vun der Summerakademie an der Handwierkerschoul e Gittarerezital mam Rainer Rohloff organiséiert.

D'Kulturzäitschrëft Galerie huet am Juli 2005 en Dossier vun 48 Säiten iwwer de Mikis Theodorakis publizéiert.

Den 23. November 2005 huet de Lëtzebuerger Ambassadeur fir Griicheland, S. E. Conrad Bruch, dem Mikis Theodorakis d'Insignie vum Grand Officier vum Lëtzebuerger Ordre de Mérite an de Botschaftsraimlechkeeten zu Athen iwwerreecht. D'Laudatio huet de Guy Wagner gehalen.

De Mikis Theodorakis huet iwwer dausend Lidder geschriwwen. Dorënner ass eng grouss Zuel vun Zyklen (e Genre, deen hien eréischt an d'Musek vu senger Heemecht agefouert huet). Si baséieren op Gedichter vun de bedeitendste griicheschen Dichter, awer och vum Federico Garcia Lorca a vum Pablo Neruda. Si gehéieren haut zum Kultugutt vum griichesche Vollek: Epitaphios, Archipelagos, Politia, A-D, Epiphania, Die Geisel, Kleine Zykladen, Mauthausen, Romiossini (Griichentum), D'Sonn an d'Zäit, Mythologie, Ta Lyrika, Lidder aus der batterer Heemecht, D'Quartiere vun der Welt, Dionysos, Phaedra, Wéi en ale Wand, E Mier voll Musek, Lyrikotera, Lyrikotata, Erimia (Einsamkeet), Odysseia...

Fir déi mat (x) bezeechent Filmer a Fernseespiller ass Musek vum Theodorakis benotzt ginn, ouni datt de Komponist der awer extra dofir geschriwwen hätt. Dat gëllt besonnesch och fir Z, wou den Theodorakis keng konnt schreiwen, well en an der Verbannung zu Zatouna war.




#Article 120: Der Name der Rose (235 words)


Der Name der Rose ass e Film vum Jean-Jacques Annaud aus dem Joer 1986 mam Sean Connery a Christian Slater an den Haaptrollen.

Mir schreiwen d'Joer 1327 vun eiser Här. No engem mysteriéisen Doudesfall an enger Benediktiner- Abtei sinn d'Pateren iwwerzeegt, datt d'Apokalyps net wäit ewech ass. Well awer e Konzil an der Abtei usteet, wou den Abt (Michael Lonsdale) en Treffen tëscht enger Franziskaner- an enger Delegatioun vum Poopst arrangéiere soll, fir doriwwer ze schwätzen, wéi räich d'Kierch eigentlech däerf sinn, gëtt de Franziskanerpater William vu Baskerville (Sean Connery), erbäigeruff, fir bei der Opklärung vum Doudesfall ze hëllefen, éier den illustre Besuch ukënnt.

Mä ouni datt deen een Doud opgekläert gëtt, stierwen nach eng Partie aner Pateren e mysteriéisen Doud, an de William a säi jonken Noviz Adson vu Melk (Christian Slater) kommen engem Geheimnis vun der Abtei op d'Spur, wat dës léiwer verstoppe géif. Donieft kréie si och nach mat der helleger Inquisitioun ze dinn, a si hunn all Hänn voll ze dinn, fir dës vun der Onschold vu Ketzer z'iwwerzeegen.

William vu Baskerville: Adso, if I knew the answers to everything, I would be teaching theology in Paris.

Jorge de Burgos: Christ never laughed.
William vu Baskerville: Can we be so sure ?
Jorge de Burgos: There is nothing in the Scriptures to say that he did.
William vu Baskerville: And there's nothing in the Scriptures to say that he did not.




#Article 121: Ambulancier (258 words)


En Ambulancier ass eng Persoun, déi op enger Ambulanz matfiert an eng entspriechend Ausbildung huet. Zu Lëtzebuerg beschreift Ambulancier d'Ausbildung, déi sou eng Persoun huet, sou wéi et zum Beispill an Däitschland mat den Ausbildungen zum Rettungsassistent, Rettungssanitäter oder Rettungshelfer gehale gëtt.

Zu Lëtzebuerg ginn d'Ambulanciere vun der Protex an der Croix Rouge vun der Protection Civile ausgebilt. Als Viraussetzung muss een en Éischt-Hëllef-Cours absolvéiert hunn. Fir Stagiairesambulancier muss een op d'mannst 16 Joer hunn, Member an engem Centre de Secours sinn, an do reegelméisseg am 2-Wochen-Takt an d'Ambulancierscourse goen. Déi Coursen zéie sech iwwer 2 Joer. Gläichzäiteg geet een eng Kéier am Joer an d'École nationale de la Protection Civile zu Schëmpech. An där Zäit ass ee Stagiaireambulancier an et däerf een als drëtte Mann mat zwéin aneren Ambulanciere matfueren. No zwee Joer däerf een dann den Ambulanciersexamen maachen, en Examen, dee sech an e prakteschen, e schrëftlechen an e mëndlechen Deel opdeelt. Wann een dee gepackt huet ass een Ambulancier, et muss een awer weiderhin op d'mannst bei 60% vun de Course matmaachen.

En Ambulancier ass u sech en Transportspezialist fir blesséiert oder krank Persounen. Seng Kompetenze si grondsätzlech all Moossnamen, ofgesi vu sougenannten Actes Medicales, zu deenen all Medikamentenofgab oder Kierperverletzung zielt. Dat heescht, et ass een net berechtegt, Medikamenter ze ginn, Perfusiounen ze setzen an änleches. Allerdéngs huet en d'Méiglechkeet, eng Sauerstofftherapie ze maachen, well duerch déi d'Geforen nëmmen ënner ondenkbaren Zoustänn real sinn. D'Aufgabe sinn also d'Iwwerwachung, den Transport, d'Betreiung sou wéi einfach liewensrettend Moossname wéi Verbänn uleeën, Beootmung, Häerzdrockmassage, Ofsaugen an Immobilisatioun.




#Article 122: Rettungskorsseli (131 words)


E Rettungskorsseli, dacks och KED (vum Hierstellernumm Kendrick Extraction Device) genannt, ass e Geschier fir blesséiert Persounen aus Autoen erauszehuelen. 

E KED besteet aus engem haarden a steiwe Réckendeel mat Striewen dran, deen op der Bauch- a Kapphéicht eng Läischt huet, déi ee kann ëmklappen. De KED gëtt um Patient festgemaach, zousätzlech gëtt de Kapp mat enger Minerv fixéiert. Wann de KED ugeluecht ass, kann een d'Persoun ouni hir dobäi d'Réck- oder d'Kapppositioun ze veränneren, aus dem Auto hiewen.

Sou hëlleft e KED, Wierbelsaileverletzungen ze verhënneren.

De Rettungskorsseli huet am Bauchberäich 3 getrennt Fixersiounsgurter déi mat de Faarwe Rout, Giel a Blo markéiert sinn. Zousätzlech zu denn 3 Gurter ass nach op all Säit hannen am Réck e schwaarze Gurt, dee sech vir tëscht de Bee kräizt an da fixéiert gëtt.




#Article 123: Jean-Claude Juncker (1114 words)


De Jean-Claude Juncker, gebuer den 9. Dezember 1954 zu Réiden op der Atert, ass e lëtzebuergesche Politiker.

Hie war vun 2014 bis 2019 President vun der Europëscher Kommissioun. 

Virdru war hie vun 1982 bis 2013 ouni Ënnerbriechung Member vun der Lëtzebuerger Regierung an zanter 1995 Premierminister (zäitweileg och Finanzminister). Ausserdeem war hie vun 2005 bis 2013 President vum Eurogrupp. No de virgezunnene Chamberwale vum 20. Oktober 2013 war hie fir e puer Méint Deputéierten an der Chamber.

Als Jong vun engem Hüttepolizist vun der ARBED ass de Jean-Claude Juncker zu Bieles (Gemeng Suessem) opgewuess. Säi Lycée huet e ganz an der École apostolique vun den Häerz-Jesu Pateren zu Clairefontaine gemaach an 1974 mam lëtzebuergesche Premièresexamen (Section A latine), deen en am Lycée Michel Rodange an der Stad geschriwwen huet, ofgeschloss.

De Jean-Claude Juncker ass bestuet, d'Koppel huet keng Kanner.

Am Hierscht 1989 hat hien e schrot Autosaccident, wéinst deem en zwou Wochen am Koma louch.

Bei de Chamberwale vum 12. Juni 1994 gouf de Jean-Claude Juncker an d'Parlament erëmgewielt, huet awer an der Regierung Santer-Poos III, seng Funktiounen als Finanz- an Aarbechtsminister bäibehalen. Den 20. Januar 1995, nodeem de Jacques Santer zum President vun der Europäescher Kommissioun ernannt gouf, gouf de Jean-Claude Juncker Premierminister a Staatsminister vu Lëtzebuerg. Hien huet awer och nach seng zwéi vireg Portefeuillë bäibehalen.

Am Juni 1999, no de Chamberwalen, gouf de Jean-Claude Juncker nees zum Premier ernannt, dës Kéier vun enger Koalitiounsregierung, déi aus Vertrieder vun der CSV an der Demokratescher Partei (DP) zesummegesat war (d'Regierung Juncker-Polfer). Ausserdeem war hien zoustänneg fir d'Finanzen an d'Kommunikatiounen.

Wéinst sengem bis dohi perséinleche beschte Resultat bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 gouf de Jean-Claude Juncker op en Neits Premierminister, Staats- a Finanzminister vun enger Regierung, déi aus Vertrieder vun der CSV an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP) zesummegesat ass (d'Regierung Juncker-Asselborn I). Och an der Regierung Juncker-Asselborn II, déi aus de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ervirgoung an déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, war hien nees Staats- a Premierminister a Minister fir den Tresor. Den 30. Abrëll 2013 gouf hien zousätzlech Minister fir de Kultus.

Den 10. September 2004, gouf de Jean-Claude Juncker zu Scheveningen fir 2 Joer, vum 1. Januar 2005 un, zum éischte President vun der informeller Reunioun vun de Finanzministere vun de Memberslänner vun der Eurozon, dem Eurogrupp gewielt. Dëst Mandat gouf den 8. September 2006 ëm 2 Joer, deemno bis Enn 2008, verlängert, an de Statuten no sollt de Jean-Claude Juncker och net méi fir en drëtt Mandat kandidéieren däerfen. Den 12. September 2008 gouf allerdéngs an enger Reunioun vun der Eurogrupp zu Nice decidéiert, dem Jean-Claude Juncker en drëtte Mandat unzebidden, wat dësen ugeholl huet. Den 18. Januar 2010 gouf hien nach eng Kéier, fir zwee an en halleft Joer, a sengem Mandat confirméiert. Am Summer 2012 huet de Jean-Claude Juncker säin Accord ginn, nach eng Kéier 6 Méint drun ze hänken, ënner der Konditioun, datt den Yves Mersch soll an den Direktiounsrot vun der Europäescher Zentralbank nominéiert ginn. Den 21. Januar 2013 dunn huet hie säin Amt dem Jeroen Dijsselbloem iwwerlooss.

An der éischter Hallschecht vun 2013 huet eng Spezialkommissioun vun der Chamber sech mat de Praktike vum SREL aus deene Jore virdrun auserneegesat. Deem virausgaange ware Revelatiounen iwwer illegal Macheschafte vu verschiddene Membere vum Srel, deels duerch Presseartikelen, deels duerch Aussoen am Kontext vun der Bommeleeër-Affär. Am Ofschlossrapport huet d'Chamberkommissioun festgestallt, datt de Juncker, deem de SREL als Premierminister direkt ënnerstoung, déi politesch Verantwortung fir dës onkontrolléiert Aktivitéiten ze droen hätt. De Juncker selwer war, wéi erauskomm war, 2007 Affer vu sou Praktike ginn, wéi den deemolege Chef vum SREL Marco Mille heemlech e Gespréich tëscht hinnen zwéi mat enger preparéierter Auer opgeholl hat. Den 10. Juli 2013 huet de Juncker no laanger Diskussioun an der Chamber Neiwalen ugekënnegt.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, déi dorophin organiséiert goufen, gouf de Jean-Claude Juncker nees, als dee Kandidat mat deene meeschte Stëmmen, an d'Parlament erëmgewielt. Well d'CSV kee Koalitiounspartner fonnt huet, an dräi Parteien, nämlech d'LSAP, d'DP an déi Gréng 32 Sëtz vu 60 op sech vereenege konnten, hu si Koalitiounsgespréicher gefouert, déi de 4. Dezember 2013 an der Regierung Bettel-Schneider hiren Ausdrock fonnt hunn. De Jean-Claude Juncker war zanterhir, bis Enn September 2014, Fraktiounschef vun der CSV-Fraktioun, der Haapt-Oppositiounspartei an der Chamber.

Fir d'Wale fir d'Europäescht Parlament 2014 war de Jean-Claude Juncker de Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei (EVP), ouni selwer fir d'Parlament kandidéiert gehat ze hunn. Déi grouss Parteien am Europaparlament ware sech am Januar 2014 eens ginn, datt de Spëtzekandidat vun där Partei mat deene meeschte Sëtz sollt de Preisdent vun der Europäescher Kommissioun ginn. D'Europäesch Staats- a Regierungscheffen hu sech laang där Interpretaioun vum Traité vu Lissabon widersat, well et si sinn, déi de Kommissiounspresident ze designéieren hunn, deen awer vun EP approuvéiert muss ginn. Well en anere Kandidat virum Parlament keng Chance gehat hätt, huet den Europäesche Conseil de 26. Juni 2014 de Jean-Claude Juncker virgeschloen. De brittesche Premierminister David Cameron hat sech bis zulescht där Nominatioun widersat, konnt awer keng Spärminoritéit vu Votën zesummekréiern, fir et ze verhënneren.

De 15. Juli 2014 gouf hie vu 422 vun de 729 Deputéierte vum Europaparlament, déi present waren, zum President vun der Europäescher Kommissioun gewielt. 250 haten der dergéint gestëmmt. Nodeem d'Europaparlament den 22. Oktober 2014 mat 423 dofir an 209 dergéint (bei 67 Enthalungen) och dem ganze Collège vu Kommissaren d'Vertaue gestëmmt hat, huet d'Juncker-Kommissioun hiert Mandat offiziell den 1. November 2014 ugetrueden.

Schonn déi éischt Woch vu sengem Amt gouf hien duerch d'LuxLeaks-Verëefentlechunge vu senger Vergaangenheet als Premier a Finanzminister erëmgeholl.

De Jean-Claude Juncker gouf bis Enn 2013 eng 70 Mol fir seng politesch Aarbecht ausgezeechent:
Sou gouf hie méi dacks schonn zum Doctor honoris causa ernannt an zwar vun 

Hie gouf de 5. Februar 2002 vum franséische President Jacques Chirac zum Grand officier de la Légion d'honneur ernannt.

Den 13. Abrëll 2003 huet de rumänesche President Ion Illiescu de Jean-Claude Juncker mat den Insignë vum Grousse Stäre-Kräiz, der héchster rumänescher Distinctioun, ausgezeechent.

Hien ass zanter dem 27. Mee 2003 Éierebierger vun Tréier.

De 27. Januar 2004 gouf hien Éierebierger vun Orestiada, enger Stad an Thrakien.

De 25. Mee 2006 krut hien den Oochener Karlspräis.

De Jean-Claude Juncker gouf den 12. Mäerz 2007 als membre associé étranger an der Académie des sciences morales et politiques vum Institut de France (Paräis) installéiert amplaz vum verstuerwene Léopold Sédar Senghor.

De 16. Februar 2009 gouf hie sénateur d'honneur vun der Académie européenne des sciences et des arts.

Den 21. November 2011 krut hien de Verdéngschtuerde vum Land Rheinland-Pfalz fir seng landesiwwergräifend Zesummenaarbecht a säin Engagement an der Groussregioun.

Den 8. November 2013 krut hien d'Großkreuz vum Verdienstorden der Bundesrepublik Deutschland.




#Article 124: Eurozon (128 words)


DEurozon (och alt Euroland oder Eurolänner genannt) ëmfaasst déijéineg Memberstaate vun der Europäescher Unioun, déi den Euro (€) als Wärung agefouert hunn. D'Eurozon besteet aus 19 EU-Staaten a gëtt dowéinst och Euro-19 bezeechent. Dat sinn zur Zäit:

Zwee Memberstaaten, Dänemark a Schweden hu bis op Weideres decidéiert, virleefeg net der Eurozon bäizetrieden. Och de fréieren EU-Member Groussbritannien war net an der Eurozon.

Déi 13 Memberstaaten, déi den 1. Mee 2004, respektiv den 1. Januar 2007 an den 1. Juli 2013 der EU bäigetruede sinn, hu keng Méiglechkeet, vu vireran ze refuséieren, den Euro anzeféieren. Si mussen allerdéngs déi néideg Convergenzcritèren erfëllen, éier se dat kënne maachen. 7 dovun hunn dat bis ewell gepackt: Slowenien (2007), Malta an Zypern (2008), d'Slowakei (2009), Estland (2011), Lettland (2014), a Litauen 2015.




#Article 125: Eurogrupp (238 words)


Den Eurogrupp bezeechent d'informell Reunioun vun de Finanzministere vun der Eurozon, déi politesch Decisiounen, déi den Euro betreffen, sollen ofschwätzen. De Jean-Claude Juncker war vum 1. Januar 2005 bis den 20. Januar 2013 den éischte President vun dësem Grupp. Säi Mandat, dat ufanks op 2 Joer festgeluecht gi war, war am Ganze véiermol verlängert ginn. Aktuelle President ass de Jeroen Dijsselbloem.

Éier den Traité vu Lissabon den 1. Dezember 2009 a Kraaft getruede war, war den Euro-Grupp just en informelle Grupp ouni juristesch Basis. Am Protokoll 14 vum Traité vu Lissabon steet iwwer den Eurogrupp:

 Artikel 1: D'Ministere vun deene Memberstaaten, deenen hir Wärung den Euro ass, kommen informell zesummen. Sou Reunioune ginn ofgehalen, wann et néideg ass, fir Froen zu de spezifesche Responsabilitéiten ze diskutéieren, déi se zesummen am Bezuch op hir gemeinsam Wärung hunn. D'[Europäesch] Kommissioun ass bei deene Reunioune mat derbäi. D'Europäesch Zentralbank gëtt invitéiert, un deene Reuniounen deelzehuelen, déi preparéiert gi vun de Vertrieder vun de Ministeren aus deene Länner, déi den Euro als Wärung hunn, an déi fir d'Finanzen zoustänneg sinn. 

Artikel 2: D'Ministere vun de Memberstaaten, deenen hir Wärung den Euro ass, wielen e President fir zwee an en halleft Joer mat der Majoritéit vun deene Memberstaaten.

Ausserdeem goufen am neien Traité d'Reegele vum Conseil vun der EU geännert, datt wann den Ecofin-Conseil iwwer Saachen ofstëmmt, déi d'Eurozon betreffen, just déi Länner, déi den Euro hunn (d. h. d'Eurogrupp-Länner), doriwwer ofstëmmen däerfen.




#Article 126: Chamber (1065 words)


Chamber ass déi lëtzebuergesch Bezeechnung fir dChambre des députés, dat lëtzebuergescht Parlament. D'Gebai vun der Chamber steet um Krautmaart, nieft dem groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg.

Zanter Dezember 2020 sinn d'Archive vun der Chamber iwwer de Site vum Nationalarchiv online zougänglech an dat fir d'Zäit vun 1848 bis 1940. 

De Grondstee fir d'Chambersgebai (deemools Hôtel des États) um Krautmaart gouf de 27. Juli 1858 geluecht. Architekt war den Antoine Hartmann.

D'Roll vun der Chamber ass et, als Deel vun der legislativer Prozedur, Gesetzespropositioune maachen ze kënnen, dës Propositiounen (an och d'Gesetzesprojeten, déi vun der Regierung abruecht kënne ginn) ze diskutéieren, a se dann unzehuelen oder ze refuséieren.

D'Funktiounsweis vun der Chamber gëtt bestëmmt duerch Dispositiounen, wéi s'an der Lëtzebuerger Konstitutioun an am Walgesetz festgeluecht sinn, an duerch hir eege Geschäftsuerdnung (Règlement intérieur).

DLegislatur ass den Zäitraum, fir deen d'Deputéiert gewielt ginn. Se dauert prinzipiell fënnef Joer, ausser et gëtt virgezunne Walen.

D'Sessioun ass eng Ënnerdeelung vun der Legislatur. Déi Period vum Joer, bannent där d'Chamber ouni besonnesch Grënn an ouni speziell Convocatioun zesummekënnt, nennt een „Uerdentlech Sessioun“ (session ordinaire). Se fänkt den zweeten Dënschden am Oktober un an dauert gemenkerhand bis kuerz virun der nächster Sessioun. Normalerweis huet all Legislatur 5 Uerdentlech Sessiounen. All Sessioun gëtt duerch de Groussherzog (perséinlech, oder a Vertriedung duerch de Premierminister) op- an zougemaach.

Am Géigesaz dozou muss eng „Ausseruerdentlech Sessioun“ (session extraordinaire) vum Grand-Duc fir e besonnesche Grond aberuff ginn.

Dem Chamberpresident seng Roll ass et, d'Chamber no baussen hin ze representéieren, an an de Sëtzungen, fir Uerdnung an d'Anhale vum Reglement ze suergen, d'Riednerzäiten z'erdeelen, an d'Resultat vun Ofstëmmungen an d'Decisioune vun der Chamber ze verkënnegen. Hie kann duerch Vizepresidenten ersat ginn, oder, wa kee vun hinnen disponibel ass, duerch den eelsten Deputéierten (Doyen).

Um Ufank vun enger Legislatur wielt d'Chamber de Chambersbüro. E besteet aus dem Chamberspresident, den 3 Vizepresidenten an héchstens 7 Memberen aus de verschiddene Fraktiounen. De Büro ass souzesoe responsabel fir d'Administratioun vun der Chamber. En organiséiert déi finanziell an organisatoresch Froen, déi d'Deputéiert betreffen, d'Personal, dat an der Chamber schafft, asw.

Dem Chamberbüro ënnersteet d'Chamberverwaltung (Administration parlementaire) där hir Aufgab et ass, d'Chamber bei de legislativen a politeschen Aufgaben z' ënnerstëtzen.

Si setzt sech aus dem President vun der Chamber an de Presidente vun deene verschiddene politesche Fraktiounen zesummen. Hir wichtegst Roll ass et, den Ordre du jour vun de Sëtzunge festzeleeën, den Oflaf vun de Sëtzungen ze proposéieren an hiren Avis iwwer déijéineg Projete vu Règlement grand-ducalen ofzeginn, bei deenen dat vum Gesetz hir virgesinn ass.

D'parlamentaresch Kommissioune sinn do fir parlamentaresch Aarbechte méi rationell ausféieren ze kënnen. Si bereeden d'Chamberssëtzunge vir, andeems an hinnen d'Gesetzesprojeten a -propositiounen, an och d'Amendementer an d'Motiounen diskutéiert ginn. D'Parteie sinn, sou wäit wéi méiglech, proportionell zu hirer Sëtzzuel, an deene verschiddene Kommissioune representéiert. Et gëtt permanent Kommissiounen, Enquêtë-Kommissiounen, reglementärer a spezieller, déi all vun der Chamber selwer bestëmmt kënne ginn.

Permanent Kommissioune sinn déi zu deene Sujeten, zu deenen et reegelméisseg Gesetzesprojeten oder -propositioune gëtt. Déi reglementär sinn déi, déi duerch d'Reglement virgesi sinn. Spezialkommissioune kënnen zäitweileg fir verschidden (dacks sozial sensibele) Sujete gegrënnt ginn, wéi Eethik, Immigratioun, Drogen, asw. Enquêtëkommissiounen déngen dozou, méi Liicht a bestëmmt (Regierungs)affären ze bréngen.

D'Chamber setzt sech aus 60 Deputéiert zesummen, déi a 4 Walbezierker déi no de Reegele vum allgemenge Walrecht mat proportioneller Representatioun fir eng Dauer vu 5 Joer gewielt ginn.. Nom Walgesetz vun 2003 sinn d'Chamberwalen all 5 Joer, den éischte Sonndeg am Juni, ausser wann dee Sonnden op Päischte fält, oder an deem Mount och nach Europawale sinn. 2013 ass Legislatioun liicht ugepasst ginn, et ass elo keng Ried méi vu Päischten, mä den Zäitraum ass ongeféier de selwechte bliwwen.

D'Sëtz an der Chamber ginn nom Prinzip vum klengsten elektorale Quotient verdeelt. All Partei kritt an all Walbezierk eng Zuel vu Sëtz déi proportionell zur Zuel vun de Wielerstëmmen ass, déi hir Lëscht am Ganze verbucht huet. D'Kandidaten déi déi meescht Stëmmen op der Lëscht haten, kommen an d'Chamber a bei Stëmmegläichheet gëtt ausgeloust.

Well déi limitéiert Zuel vun den Deputéiertesëtz an de Walbezierker (aktuell 7,9, 21 an 23) net exakt proportionell zu den expriméierte Stëmme ka sinn, gëtt d'Sëtzverdeelung follgendermoosse festgehalen: fir ee konkreete Walbezierk gëtt en nombre électoral berechent andeems een all d'Stëmme vun alle Lëschten duerch d'Zuel vun de Sëtz am Walbezierk plus 1 deelt. Dann gëtt fir all Lëscht gekuckt wéi dacks den nombre électoral an den Total vun de Stëmmen an der Lëscht passt, dat heescht all d'Stëmme vun der Lëscht gedeelt duerch den nombre électoral an dann no ënnen ofgerënnt ergëtt d'Zuel vun de Sëtz déi déi eng Partei scho mol sécher kritt.

Wann domat nach net all d'Sëtz an deem Walbezierk verdeelt sinn, da gëtt en neie Quotient pro Lëscht gerechent. An zwar ginn all d'Stëmme pro Lëscht duerch déi Zuel vu Sëtz déi d'Lëscht schonn huet, plus 1, gedeelt. D'Lëscht mam héchste Quotient kritt e weidere Sëtz. Wann dann d'Sëtz nach net all verdeelt sinn, da gëtt déi Prozedur widerholl.

No der virgezunner Wal vum 20. Oktober 2013, bei där 9 Parteien ugetruede waren, sinn der schliisslech 6 am Parlament: ADR (3), CSV (23), déi lénk (2), DP (13), LSAP (13), Déi Gréng (6). Gewielt goufen:

D'uerdentlech Sëtzung 2009/2010 huet sech sech aus deenen Deputéiert zesummegesat, déi bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 direkt gewielt goufen, respektiv nogeréckelt sinn als Ersatz fir déi, déi gewielt goufen, awer en Amt als Minister ugeholl hunn.

Zanterhier koum et zu e puer Verännerungen, fir Deputéiert z'ersetzen, déi op hiert Amt verzicht hunn, resp. gestuerwe sinn.

Den 19. Juli 2013 huet de Groussherzog Henri ugekënnegt, nodeem et den 11. Juli am Kader vun der Debatt ëm d'Konklusioune vun der SREL-Enquêtëkommissioun kloer gi war, datt d'Regierung Juncker-Asselborn II keng Majoritéit méi hanner sech hat, datt en d'Chamber de 7. Oktober 2013 opléise géif an et den 20. Oktober zu Neiwale kéim.

Net méi dobäi:

D'Chamberdeputéiert, déi bei de Wale vum 13. Juni 2004 an d'Chamber gewielt goufen, sinn 2577-mol a Kommissiounssëtzungen zesummekomm, an 260-mol an ëffentleche Sëtzungen. Et si 496 Projet-de-loië gestëmmt ginn, 38 Proposition-de-loien an 10 Verfassungsännerungen (vu 16 Projeten). 77 Debatte goufe gefouert, et gouf 56 Heure-d'actualitéen an 3335 parlamentaresch Ufroen un d'Regierung.

D'uerdentlech Sëtzung 2008-2009 huet sech zesummegesat aus 4 Deputéiert vun der ADR, 24 vun der CSV, 7 vun Déi Gréng, 10 vun der DP, 14 vun der LSAP, an 1 ouni Partei (Stand: Juni 2009):




#Article 127: Jacques Santer (280 words)


De Jacques Santer, gebuer den 18. Mee 1937 zu Waasserbëlleg, ass e lëtzebuergesche Politiker.

No senger Première am Atheneum goung de Jacques Santer fir ee Joer op d'Cours supérieurs an duerno op d'Universitéite vu Stroossbuerg a Paräis, wou en Droit an Ekonomie studéiert huet.

Hien huet seng berufflech Carrière als Affekot ugefaangen. 1962 gouf en Attaché am Ministère vun der Sécurité sociale.

Tëscht 1966 an 1972 war e Fraktiounssekretär vun der CSV. 1972 gouf e Staatssekretär fir Sozial- a Kulturpolitik an der Regierung Werner-Schaus II.

 
Nodeem de Pierre Werner sech 1984 aus dem politesche Liewen zréckgezunn hat, ass de Jacques Santer, dee bei de Chamberwale vun deem Joer Spëtzekandidat vu senger Partei war, Premierminister vun enger Koalitiounsregierung mat der LSAP ginn. Des Koalitiounsregierung, mam Santer un der Spëtzt, gouf 1989 an 1994 vun de Wieler confirméiert.

De Jacques Santer war och vun 1984 bis 1989 Member vu Conseil de Gouvernance vun der Weltbank a vun 1991 bis 1994 Gouverneur vum Internationale Wärungsfonds.

Vun 1999 bis 2004 war de Jacques Santer Deputéierte vum Europäesche Parlament a vun 2002 bis 2004 ee vun de Lëtzebuerger Membere vun der Europäescher Konventioun.

Zanter 1998 ass de Jacques Santer President vum Verwaltungsrot vun der Fondation Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean. Am Summer 2004 gouf e President vum Verwaltungsrot vun der CLT-UFA als Nofollger vum Gaston Thorn.. Hien ass och Member vum Verwaltungsrot vun der RTL Group, zanter 2001 vun der General Mediterranean Holding an zanter 2009 President vun der A.s.b.l. The Institute for Global Financial Integrity, déi vu Sandstone gegrënnt ginn ass.
Hien ass am Verwaltungsrot vun der UniCredit Luxembourg.

De Jacques Santer ass Witmann a Papp vun zwéin erwuessene Jongen, wourënner de Patrick Santer.




#Article 128: Elmer Bernstein (135 words)


Den Elmer Bernstein, gebuer de 4. Abrëll 1922 zu New York a gestuerwen den 18. August 2004 zu Ojai a Kalifornien war een US-amerikanesche Filmmusekkomponist.

Den Elmer Bernstein huet als Komponist vu Radio-Programmer an Dokumentarfilmer ugefaangen. 1950 ass hien op Hollywood gaangen an huet do Filmmusek geschriwwen.

Am Ganzen huet hien iwwer 200 Stécker geschriwwen. Seng bekanntst Kompositioun dierft d'Titelmelodie vum Western The Magnificent Seven sinn, déi ë. a. och jorelaang an Zigarettereklamme aus den 1970er Joren agesat gouf, fir de Western-Mythos z'ënnermolen.

Hie gouf 14-mol fir den Oscar nominéiert. Hie krut déi Belounung awer nëmmen eng Kéier, dat war 1967 fir de Musical Thoroughly Modern Millie.

Mat engem Concert an der Londoner Royal Albert Hall huet en de 14. August 2001 seng 50 Joer als Filmmusekkomponist gefeiert.

Hie war net Famill mam Leonard Bernstein.




#Article 129: Zweete Weltkrich (171 words)


An Asien ass den Zweete Weltkrich mam Iwwerfall vun de Japaner op China am Joer 1937 ugaangen. Fir Europa huet en den 1. September 1939 ugefaangen, wéi Däitschland Polen ugegraff huet, an doropshi Frankräich a Groussbritannien den 3. September 1939 Däitschland de Krich erkläert huet. En huet fir Europa, bis den 8. Mee 1945 gedauert. An Asien huet Japan eréischt am August 1945 d'Waffen néiergeluecht, nodeem zwou Atombommen Hiroshima an Nagasaki zerstéiert haten.

D'Italiener hunn an Nordafrika - grad wéi scho virdrun an Europa - schwéier Réckschléi hinhuele missen. No enger feelgeschloener italieenescher Offensiv Enn vum Joer 1940 hunn d'Brite se a Libyen komplett néiergemaach.

Den däitsche Generol Erwin Rommel krut dowéinst am Februar 1941 den Uerder, fir mat schwaache Verbänn, dem Afrikakorps, de staark an Nout gerodene Bëndnispartner bei senger Verdeedegung z'ënnerstëtzen.

De Pazifikkrich vun 1941 bis 1945 tëscht de keeserleche japaneschen Truppen an den USA huet ugefaangen no dem japaneschen Ugrëff op Pearl Harbor op Hawaii de 7. Dezember 1941.

Zaldotelidder op Däitsch

Zaldotelidder op Franséisch

Zaldotelidder op Englesch




#Article 130: Éischte Weltkrich (488 words)


Den Éischte Weltkrich, am Engleschen a Franséischen och Great War respektiv Grande Guerre genannt, huet vun 1914 bis 1918 gedauert, an iwwer néng Milliounen Affer gefuerdert, a gouf an Europa, dem Noen Osten, Afrika an Ostasie gefouert.

De Krich gouf aus éischt tëscht de Mëttelmuechten Däitscht Räich an Éisträich-Ungarn op der enger Säit an de Muechte vun der Entente Frankräich, Groussbritannien a Russland souwéi Serbien op der anerer Säit ausgedroen.

Ouni ze wëlle koum d'Belsch als Affer dobäi, an dat déi Däitsch, ouni op d'belsch Neutralitéit Rücksiicht ze huelen, nom Schlieffeplang amarschéiert sinn. Am Verlaf vum Krich goufen d'Mëttelmuechten duerch d'Osmanescht Räich a Bulgarien verstäerkt, wärend op alliéierter Säit d'Staate Japan, Italie, Portugal, Rumänien an d'USA an de Krich agetruede sinn. Am Éischte Weltkrich hu sech d'muechtpolitesch Géigesätz vun den europäesche Groussmuechten entlueden, déi zu enger enormer Oprëschtung gefouert haten.

Um Enn vum Krich ware 25 Staaten an deenen hir Kolonien, an deenen am Ganzen 1,35 Milliarde Mënsche gelieft hunn, also zirka dräi Véirel vun der deemoleger Äerdbevëlkerung, am Krichszoustand. Opgrond vun de Verwerfungen, déi den Éischte Weltkrich weltwäit ausgeléist huet, an de Follgen déi een nach haut spiert, gëllt e bei villen Historiker als Urkatastroph vum 20. Joerhonnert.

De Krich huet den 28. Juli 1914 mat der Krichserklärung vun Éisträich-Ungarn u Serbien ugefaangen. Den 30. Juli huet Russland d'Generalmobilmaachung fir d'Ënnerstëtzung vu Serbien decidéiert. Doropshin huet d'Däitscht Räich als Bündnispartner vun Éisträich-Ungarn Russland den 1. August de Krich erkläert. Nach de selwechten Owend si russesch Kavallerie-Sektiounen iwwer d'ostpreisesch Grenz marschéiert.

Ugefaangen hat alles mat engem Attentat zu Sarajevo den 28. Juni 1914 wou den éisträichesch-ungareschen Trounfolger Franz Ferdinand a seng Fra gestuerwe waren an hanner deem Membere vun der serbescher Log Schwaarz Hand vermutt gi sinn. An engem Ultimatum vum 23. Juli 1914 hat d'éisträichesch-ungaresch Regierung zu Wien Schuedenersatz vun der serbescher Regierung gefuerdert, ënner anerem eng geriichtlech Enquête géint d'Membere vum Komplott an där och d'keeserlech a kinneklech Regierung e Wuert matzeschwätzen hätt. D'serbesch Regierung huet dëse leschte Punkt ofgeleent, mat der Begrënnung datt dat en Agrëff an hir Souveränitéit wier, mä huet awer déi aner haart Fuerderunge vum Ultimatum akzeptéiert. Duerch d'Krichserklärung kuerz drop goufen eng Rei vu Bündnisser aktivéiert, déi séier zum Weltkrich gefouert hunn.

Den Éischte Weltkrich war deen éischte Krich, dee mat engem massive Materialasaz (Tanksen, Militärloftschëffer, Fligeren a Massevernichtungswaffe wéi Gëftgas) gefouert gouf. D'Fronten hu sech awer kaum beweegt, zum Deel, well vis-à-vis vun der moderner Technik déi al Militärstrategie stoung. Am endlose Stellungskrich hunn d'Truppe sech géigesäiteg opgeriwwen. Besonnesch op de Schluechtfelder viru Verdun an a Flandern sinn op béide Säiten Honnertdausenden Zaldoten ëmkomm, ouni datt sech eppes un der militärescher Lag geännert hätt. Och an deem Punkt stellt den Éischte Weltkrich e Krich duer, deen an de Grausamkeeten alles iwwertraff huet, wat bis dohi bekannt war. Eng vun de bekanntste Waffen, déi am Éischte Weltkrich zum Asaz komm sinn, war déi Déck Bertha, eng Kanoun mat ongewéinlech groussem Kaliber.




#Article 131: Damien Kratzenberg (642 words)


Den Damien Kratzenberg, gebuer de 5. November 1878 zu Klierf gouf den 11. Oktober 1946 an der Stad Lëtzebuerg higeriicht.

Nodeem de Kratzenberg seng Lycéesstudien zu Dikrech gemaach hat, huet hien zu Lille, Paräis a Berlin Philologie studéiert. Duerno war hie Professer fir Griichesch an Däitsch, fir d'éischt zu Dikrech, dann zu Iechternach an am Kolléisch.

Seng Léift fir déi däitsch Kultur a besonnesch fir déi däitsch Literatur huet de Kratzenberg op ganz Däitschland iwwerdroen. Fir hie waren d'Lëtzebuerger Däitschstämmeger. Hien huet seng Däitschstämmegkeet bei all Geleeënheet ervirgehuewen, awer an deem Moment huet en nach op déi staatlech Souveränitéit gehalen.

Wéi sech vum Januar 1933 un eng Diktatur am Nopeschland breetgemaach hat, huet en et um Ufank fir eppes gehalen, mat deem déi däitsch Kultur scho géif fäerdeg ginn.

Mä am Laf vun der Zäit huet de Kratzenberg sech ëmmer méi zum Nationalsozialismus gedréint. Hien huet ugefaangen, sech zu dem nationalsozialistesche Führerprinzip ze bekennen. Dat huet mat sech bruecht datt hien et fir néideg fonnt huet, datt déi biergerlech Fräiheete missten ofgebaut ginn, fir d'Ziler vum Nationalsozialismus z'erreechen. Den Héichpunkt an där Entwécklung koum 1936. Do krut de Kratzenberg déi renomméiert Goethemedaille für Kunst und Literatur wéinst sengen aussergewéinleche Verdéngschter fir déi däitsch Kultur. Iwwer de Lëtzebuerger Ambassadeur huet hien dem Adolf Hitler ausriichte gelooss, hien, den Hitler, wier den edelste Mënsch an de stärkster Hort für die Zukunft Europas.

Am Mee 1938 koum et zu engem Prozess géint ee vu senge Schüler, deen um Nationalfeierdag an der Kathedral e Knuppert explodéiere gedoen hat. Am Prozess koum dunn eraus, datt de Kratzenberg seng Schüler all Samschdeg ëm sech hat fir se z'endoktrinéieren. Hien ass doropshi vu Journaliste beschëllegt ginn, seng Plaz als Professer ze mëssbrauchen. Hien huet dunn e Prozess géint de Journalist Émile Marx gewonnen. Säi gudden Numm als Pedagog hat doduerch awer gelidden.

Am Mee 1939 huet en e Virtrag zu Köln gehalen, an deem hien iwwer d'Zougehéieregkeet vun de Lëtzebuerger zu der germanischen Rasse geschwat huet, an an deem en déi historesch a sproochlech Zougehéieregkeet zu Däitschland beweise wollt. Nëmmen e puer Wochen no der Annektioun vum Rescht vun der Tschechoslowakei als däitschgefouert Protektorat Böhmen und Mähren hu sou Wierder natierlech groussen Androck gemaach a sinn als Averständnis fir der GEDELIT hir Heim ins Reich Virstellunge verstane ginn. Doropshin huet den Erzéiungsminister Nicolas Margue dem Kratzenberg matgedeelt, wann hien dat nach eng Kéier géif maachen, da géif e seng Staatsplaz verléieren.

Wéi däitsch Truppen den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg besat haten, war d'GEDELIT komplett eng politesch Organisatioun am Déngscht vum Okkupant. De 17. Mee 1940 gouf dVolksdeutsche Bewegung (VdB) gegrënnt, déi ënner dem Kratzenberg dann däitlech fir en Anschluss un Nazidäitschland agetrueden ass. A senger neier Funktioun war de Kratzenberg dem däitsche Chef der Zivilverwaltung, dem Gauleiter Gustav Simon ënnerstallt.

De 6. Juli 1940 huet dVdB en Opruff gemaach: Luxemburger, höre die Stimme des Blutes! Sie sagt dir, dass du nach Rasse und Sprache ein Deutscher bist. Luxemburgertum in allen Ehren! Denn wahres Luxemburgertum ist reines Deutschtum.

Vum 1. Abrëll 1941 bis zur Liberatioun war de Kratzenberg Direkter vum Kolléisch, eng Funktioun déi hien awer wéinst senge politeschen Aktivitéiten (virun allem am VdB) net konnt ausüben (hie gouf an der Schoul duerch en däitschen directeur faisant fonction ersat).

Wéi 1944 d'Alliéiert op Däitschland zougeréckelt sinn, huet de Kratzenberg sech den 1. September duerch d'Bascht gemaach. Op Tréier, dann iwwer Koblenz op Weißenberg. E Bréif u säi Meedchen huet en no Krichsenn verroden. Hie gouf op Lëtzebuerg bruecht, wou him de Prozess gemaach gouf. Dee Prozess huet véier Deeg gedauert. Den 1. August 1946 gouf hien zum Doud verurteelt.

Den Damien Kratzenberg gouf den 11. Oktober 1946 um Schéissstand vun der Kasär um Helleg-Geescht-Plateau erschoss.

Hie gouf nom Krich als den Haaptmann vun der Lëtzebuerger Nazikollaboratioun betruecht, also als lëtzebuergeschen Degrelle oder Quisling.

Hie war de Brudder vum Albert Kratzenberg.




#Article 132: Gustav Simon (744 words)


De Gustav Johannes Simon, gebuer den 2. August 1900 zu Malstatt-Burbach, haut am Regionalverband Saarbrücken, a gestuerwen den 18. Dezember 1945 zu Paderborn, war als NSDAP-Gauleiter Moselland anengems de Chef der Zivilverwaltung (CdZ) vun 1940 bis 1944 zu Lëtzebuerg, dat déi Zäit vun Nazidäitschland besat war.

Dem Gustav Simon säi Papp war Eisebunnsbeamten, seng Eltere ware vu klenge Baueren hier aus dem Hunsrück. De Simon ass zu Saarbrécken an d'Primärschoul gaangen an duerno huet hien zu Merzig fir Schoulmeeschter geléiert. Mä, obschonn hien den Diplom hat, gouf hien net ernannt. Dunn huet en decidéiert, fir säi Premièresexamen nozemaachen. An där Zäit huet e bei der Eisebunn a bei der Douane ausgehollef. No senger Première huet hien op der Universitéit zu Frankfurt am Main Ekonomie gemaach. 1927 krut hie säin Diplom als Ekonomieprofesser an huet zu Völklingen geschafft. D'Joer drop huet en opgehale mat Schoul halen an huet ugefaangen haaptberufflech fir d'NSDAP ze schaffen.

Schonn 1923 war de Simon am Comité vun enger Völkischen Hochschulgruppe zu Frankfurt. De 14. August 1925 gouf hie Member vun der NSDAP, Membersnummer 17 017. Mat enger Memberskaart ënner 100.000 war hien ee vun den Alten Kämpfer, deem dat Gëllent Parteiofzeechen automatesch zougestanen huet. 1926 huet hien zu Hermeskeil dOrtsgruppe vun der NSDAP gegrënnt. Kuerz drop huet en d'“Hochschulgruppe Frankfurt“ vum Nationalsozialistischen Deutschen Studentenbund gegrënnt. 1927 gouf de Simon op der Uni Frankfurt mat Majoritéit vun de Studenten als éischten nationalsozialistesche President vum Allgemeinen Studenten-Ausschuss (AStA) gewielt.

Scho wärend sengem Studium war hie ganz aktiv fir d'NSDAP, an en huet am Hunsrück eng Partie vun Ortsgruppe gegrënnt.

Vun 1929 un ass et séier eropgaangen an der Parteihierarchie: De Simon war kuerz hannerenee Bezierksleeder vun der NSDAP, Conseiller zu Koblenz an Deputéierten am Rheinischen Provinziallandtag. 1930 gouf hie fir de Wahlkreis Koblenz-Trier Deputéierten am Reichstag. Den 1. Juni 1931 gouf de Simon vum Hitler zum Gauleiter vum neigeschaafte Gau Koblenz-Trier ernannt. Am Géigesaz zu bal alle Gauleitere war de Simon net Member vun der SA oder vun der SS, mä hie war Obergruppenführer vum NSKK, dem Nationalsozialistesche Kraftfahrerkorps.

Nom Iwwerfall den 10. Mee 1940 stoung Lëtzebuerg am Ufank ënner der Militärverwaltung vum däitsche Militärbefehlshaber von Belgien und Nordfrankreich, dem Generol Alexander von Falkenhausen.

Déi Phas vun der Okkupatioun war den 2. August 1940 eriwwer, wéi den Hitler duerch en Arrêté de Gustav Simon zum Chef der Zivilverwaltung, CdZ nominéiert huet. Den CdZ ënnerstoung direkt dem Reichskriegsminister, also dem Adolf Hitler selwer den dee Ministère 1938 iwwerholl hat. Als säi Vertrieder an dëser Funktioun hat hien de Regierungspresident vun Tréier, den Heinrich Siekmeier. Hinnen hir Aufgab war, déi ganz Staatsadministratioun vum Groussherzogtum an eng däitsch ëmzeänneren, a Lëtzebuerg zu engem Bestanddeel vum Däitsche Räich ze maachen.

Bei Krichsenn ass de Simon ënner dem Meederchersnumm vu senger Mamm am westfäleschen Upsprunge ënnergedaucht, wou hie sech als Gäertner verdangt huet. Den 10. Dezember 1945 gouf hien do vun engleschen Zaldote festgeholl a mat an de Prisong op Paderborn geholl.

Iwwer dem Simon säin Doud gouf a gëtt et zu Lëtzebuerg an an Däitschland zanter Enn 1945 vill widderspréchlech Rumeuren. Bei de Widderspréch geet et virun Allem dorëm, wou e gestuerwen ass an ënner watfir Ëmstänn.

Am Kär geet et eigentlech ëm zwou Versiounen: déi offiziell Versioun nennt als Plaz vum Doud Paderborn (cf. Doudeschäin vum État civil vu Paderborn, Bild op dëser Säit). De Simon soll sech do, am vun der englescher Arméi geleete Prisong, kuerz viru senger Ausliwwerung op Lëtzebuerg erhaangen hunn. Wat op deem Dokument opfält, dat ass, datt d'Registréiernummer 66/1946 eréischt am Februar 1946, also sou zwéi Méint nom Doudesdatum, agedroe gouf.
 
Der zweeter Versioun no wier de Simon zu Lëtzebuerg gestuerwen. Déi englesch Besatzungsadministratioun hätt nämlech hiren Accord ginn, fir de Simon auszeliwweren, an hie wier vun zwéi Lëtzebuerger mat engem Auto vu Paderborn op Lëtzebuerg bruecht ginn, fir sech do viru Geriicht ze veräntwerten. Kuerz virun der Stad wier et beim Waldhaff zu engem vum Simon provozéierten Tëschefall komm, bei deem hien ëmbruecht gi wier. Dem Simon seng Läich wier am Prisong am Gronn ofgeliwwert an do e puermol vun der Press fotograféiert ginn, ier se begruewe gi wier. Dem Simon säi virzäitegen Doud hätt de geplangte Prozess verhënnert. Fir déi onerwaarten Affär ze vertuschen, wieren d'Medien — ënner anerem d'Agence DANA (Deutsch-Amerikanische Nachrichtenagentur) an d'Tageblatt — vum brittesche Captain Hanns Alexander mat gestallten Informatiounen iwwer de Selbstmord zu Paderborn versuergt ginn.

Eng jett historesch Etüde soen, datt dës Versioun vum Simon sengem Doud aus der Loft gegraff wier.




#Article 133: Gaston Thorn (300 words)


De Gaston Egmont Thorn gebuer den 3. September 1928 an der Stad, a gestuerwen de 26. August 2007, war e lëtzebuergesche Politiker.

Am zweete Weltkrich gouf hie vum Besatzer verhaft, a war e puer Méint an engem Stroflager internéiert.

Wärend sengem Droitsstudium zu Montpellier, Lausanne a Paräis war hie President vun der Lëtzebuerger Studentennunioun, der UNEL a vun enger internationaler Studentekonferenz, der ISC.

No sengem Studium gouf hien 1955 um Barreau ageschriwwen. 1959 gouf hie fir d'éischt Kéier an d'Chamber gewielt. Tëscht 1961 an 1963 war hien och Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, a vun 1959 bis 1969 Member vum Europäesche Parlament.

Vun 1969 bis 1974 war de Gaston Thorn Ausseminister, Minister fir d'Fonction publique a fir de Sport an der Regierung Werner-Schaus II. 1974 gouf hie selwer Premierminister vun enger Koalitiounsregierung tëscht der Demokratescher Partei (DP) an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP), a war och responsabel fir d'Portefeuillen Ausseministère a Sport. 1975 war hien och President vun der 30. Sessioun vun der UNO-Generalversammlung.

No de Wale vun 1979 gouf d'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) Koalitiounspartner vun der DP, de Gaston Thorn huet d'Ressorten Aussebezéiungen, Kooperatioun, Wirtschaft, Mëttelstand a Justiz iwwerholl.

De 6. Januar 1981 gouf de Gaston Thorn President vun der Europäescher Kommissioun, bis Januar 1985.

Duerno war e virun allem an der Privatwirtschaft aktiv: tëscht 1985 an 1999 war e President vum Verwaltungsrot vun der BIL, an tëscht 1987 an 1993 President vun der CLT. Hie war bis 1996 am Verwaltungsrot vu Foyer Finance.

Hien huet sech awer och weider fir d'international Politik intresséiert a war President vum International European Movement, Member vun der trilateraler Kommissioun an dem Comité Jean Monnet. Hie war och President, spéider Éierepresident, vun der Liberal International, enger Daachorganisatioun vu liberale Parteien.

De Gaston Thorn war mat der lëtzebuergescher Journalistin a Publizistin Liliane Thorn-Petit (1933-2008) bestuet.




#Article 134: Sauvetage (119 words)


De Sauvetage ass e Service vun der Lëtzebuerger Protection Civile. Vun deene 25 Protex-Zenteren am Land hunn 23 e Service de Sauvetage. Hir Aufgab ass grossomodo gesinn den techneschen Aspekt vun der Rettung, ofgesi vum Asaz am Feier, fir dee gréisstendeels d'Pompjeeën zoustänneg sinn.

Dofir hunn déi meescht Zentren (Viraus-)Rëschtween (kuerz och (V)RW) oder Hëllefsleeschtungstankläschween (HTLF). Déi Gefierer sinn z. B. ekipéiert mat:

Verschidden Asazzenteren hunn ausserdeem e Mannschaftstransporter (MTW), e Geschierwon (GW), e Kommandowon (KDW), en Assatzleedwon (ELW) oder e Kranwon (KW).

De Gros vun de Sauvetageasätz sinn Uelegspueren oder Beem ewechmaachen, Persounen aus accidentéierte Gefierer retten, Leit aus Gebaier huelen oder aus hirer dacks mësslecher Situatioun befreien, souwéi den Ambulancieren hëllefen. D'Sauveteure ginn iwwer e Piipser alarméiert.




#Article 135: Romy Schneider (173 words)


DRomy Schneider, eigentlech Rosemarie Magdalena Albach, gebuer den 23. September 1938 zu Wien, a gestuerwen den 29. Mee 1982 zu Paräis, war eng däitsch Schauspillerin.

D'Romy Schneider ass d'Duechter vun de Schauspiller Magda Schneider a Wolf Albach-Retty.

An Däitschland war hir Carrière Enn vun den 1950er Joren un engem Déifpunkt ukomm. D'Rettung koum aus Frankräich. D'Romy huet bei engem Film den Alain Delon kenne geléiert. Mat deem huet se ënner der Regie vum Luchino Visconti zu Paräis Theater gespillt. Si krut Filmrollen ugebuede vum Visconti (Boccaccio '70) a vum Orson Welles (Le procès).

Mat hirer Carrière goung et da biergop, an a Frankräich huet d'Romy sech zu enger grousser Schauspillerin entwéckelt. Si gouf ee vun de Stare vum franséische Film, dat besonnesch duerch d'Filmer vum Claude Sautet.

Uganks vun den 1980er Joren huet d'Romy sech enger schwéierer Operatioun missen ënnerzéien. Hire Jong ass kuerz duerno duerch en trageschen Accident ëm d'Liewe komm. Vun deene Schicksalsschléi huet si sech net méi erholl, a si ass am jonken Alter vun 43 Joer un Häerzversoe gestuerwen.




#Article 136: Biologie (222 words)


DBiologie ass d'Wëssenschaft vun de Liewewiesen.

D'Wuert „Biologie“ kënnt aus dem algriicheschen βιος bíos „Liewen“ a λογος lógos „Léier“ a gouf am Joer 1802 vum franséische Biolog Jean-Baptiste de Lamarck agefouert.

Déi wichtegst Kennzeeche vun de Liewewiesen (oder Organismen) sinn:

Well d'Viren net aus Zelle bestinn an och keen eegene Metabolismus hunn, gi si dacks net zu de Liewewiese gezielt.

Populärwëssenschaftlech kann een d'Liewewiesen a fënnef Gruppen (Kinnekräicher) andeelen:

Wëssenschaftlech ginn d'Liewiesen an dräi Domäner agedeelt:

D'Bakterien an d'Archaeë ginn dacks zesummen als Prokaryonten (Prokaryota) bezeechent.

D'Vire feelen an der Lëscht, well nach net gewosst ass wéi si ënnereneen an och net mat deenen anere Liewewiese Famill sinn.

Der aktueller Systematik no, déi awer vun de Wëssenschaftler nach kontrovers diskutéiert gëtt, ginn d'Eukarya (Eukaryoten) a sechs Gruppen (Kinnekräicher) agedeelt:

Adl, S.M., 2005. The New Higher Level Classification of Eukaryotes with Emphasis on the Taxonomy of Protists. The Journal of Eukaryotic Microbiology 52 (5): 399-451.()
Keeling, P.J. et al., 2005. The tree of eukaryotes. Trends in Ekology and Evolution 20 (12): 670-676. (Eng alternativ, liicht verschidde Klassifikatioun, mat fënnef amplaz sechs Kinnekräicher).

Eng Definitioun vum Liewe gëtt gebraucht well:

Follgend Definitioune goufen ënner anere virgeschloen:

Literatur: Hazen, R., 2007. Was ist Leben? Spektrum der Wissenschaft Okt. 2007: 67-70.

D'Biologie benotzt ganz allgemeng d'Methode vun der Wëssenschaft, wéi:

Donieft bidden ënnerschiddlech Deeldisziplinnen eegen Zougäng:




#Article 137: Physik (3313 words)


DPhysik, vum Griichesche φυσικός phusikos, „dat Natierlecht“, a φύσις phusis, „Natur“, ass d'Wëssenschaft vun der Natur am Allgemengen. Si befaasst sech mat der Matière, der Energie an de fundamentale Kräfte vun der Natur, déi d'Interaktiounen tëscht de Partikele steieren. Bis zum 19. Joerhonnert ass d'Physik als natierlech Philosophie bezeechent ginn. D'Physiker ënnersiche Phenomeener, déi sech iwwer all Gréisstenuerdnunge verdeelen, vun de subnukleare Partikelen, aus där all normal Matière besteet (Partikel Physik), bis zum materiellen Universum als e Ganzt (Kosmologie).

Entdeckungen aus der Physik fannen Uwendungen a villen anere Naturwëssenschaften well Matière an Energie grondleeënd Bausteng vun der Natur sinn. Verschidden Eegenschaften, déi vun der Physik ënnersicht ginn, si wouer fir all materielle System, wéi zum Beispill Conservatioun vun der Energie. Sou Eegenschafte ginn als physikalescht Gesetz bezeechent. D'Physik gëtt heiansdo fundamental Wëssenschaft genannt, well all aner Naturwëssenschaft (Biologie, Chimie, Geologie, asw.) mat bestëmmte Materialer schaffen, déi de physikalesche Gesetzer follegen. Zum Beispill, ass d'Chimie d'Wëssenschaft vun de Chemikalien an den Moleküllen aus deene se bestinn. D'Eegenschafte vun de Chemikalie gi bestëmmt vun den Eegenschafte vun de Moleküllen aus deene se bestinn, an déi ginn akkurat vu verschiddene Gebidder aus der Physik beschriwwen, wéi Quantemechanik, Thermodynamik,an den Elektromagnetismus.

D'Physik ass ganz enk un d'Mathematik gebonnen - d'Mathematik liwwert de logesche Kader an dem physikalesch Gesetzer exakt formuléiert, an hir Viraussoen ausgerechent kënne ginn. Physikalesch Theorië gi praktesch ëmmer mat der Hëllef vun der Mathematik ausgedréckt, an déi Mathematik déi dobäi benotzt gëtt, ass meeschtens méi komplizéiert wéi an den anere Wëssenschaften. Den Ënnerscheed tëscht der Physik an der Mathematik, ass deen datt d'Physik probéiert déi Welt ze beschreiwen an där mir liewen, dogéint ënnersicht d'Mathematik all méiglech Strukturen, och déi déi keen Ebenbild an der Natur hunn. Dës Ënnerscheedung ass awer a verschiddene Fäll net sou einfach ze maachen. Et gëtt e grousst Gebitt tëscht der Mathematik an der Physik, dat mathematesch Physik genannt gëtt, an dat sech domat befaasst, d'mathematesch Struktur vun de physikaleschen Theorien z'ënnersichen.

Klassesch Physik behandelt déi traditionell Gebidder an Theemen, déi schonn am Ufank vum 20. Joerhonnert bekannt an och gréisstendeels ausgeschafft waren - Mechanik, Akustik, Optik, Hëtzt an Elektrizitéit a Magnetismus.

De gréissten Deel vun der klassescher Physik beschäftegt sech mat Matière an Energie ënner normale Konditiounen. Dogéint beschäftegt sech déi modern Physik (dat ass déi Physik, déi no den Ännerunge vum Physiker senger Usiicht vun der Welt, duerch revolutionär Theorie vum Ufank vum 20. Joerhonnert, entstanen ass) mat dem Behuele vun der Matière an der Energie ënner extreeme Konditiounen (wei z. B. bei Liichtvitess, oder quasi-Liichtvitess) oder awer iwwer extreem grouss oder kleng Dimensiounen. Zum Beispill, ënnersichen d'atomar an d'nuklear Physik d'Matière an der klengst méiglecher Gréisst, wou een nach cheemesch Elementer kann ënnerscheeden. D'Physik vun de Partikelen intresséiert sech fir nach méi klengen Dimensiounen, well si sech mat den fundamentale Bausteng vun der Matière befaast. Dat Gebitt vun der Physik gëtt och nach als Physik vun den héijen Energien bezeechent, well een extreem héich Energie brauch fir deen Typ vu Partikelen a grousse Partikel Acceleratoren ze produzéieren. An sou Dimensioune verléieren normal, alldeeglech Notioune vu Raum, Zäit, Matière an Energie hir Gëltegkeet.

Déi zwou Haapttheorien vun der moderner Physik ginn en anert Bild vum Raum, vun der Zäit a vun der Matière, wei dat vun der klassescher Physik. D'Quantentheorie befaasst sech mat der diskreter, amplaz vun der kontinuéierlecher Natur vu ville Phenomeener op atomarem oder sub-atomarem Niveau, a mat der Komplementaritéit vu Partikelen a Welle bei der Beschreiwung vun deene Phenomeener. D'Relativitéitstheorie beschäftegt sech mat der Beschreiweung vu Phenomeener, déi sech an engem Referenzkader ofspillen, dee sech par Rapport zum Beobachter beweegt. D'speziell Relativitéit këmmert sech em d'uniform Beweegungen an enger flaacher Raumzäit an ëm d'Objeten déi sech no un der Liichtvitess beweegen. D'allgemeng Relativitéit verallgemengert déi speziell mat de beschleunegte Beweegungen an enger gekrëmmter Raumzäit, a gëtt d'Relatioun vum gekrëmmte Raum zur Gravitatioun. Béid, d'Quantentheorie an d'Relativitéitstheorie, fannen Uwendungen an der moderner Physik.

Am Géigesaz zu anere Wëssenschafte gëtt et an der Physik eng Trennung tëscht Theorie an Experiment. Zanter dem 20. Joerhonnert hunn déi meescht individuell Physiker sech entweder an der theoreetescher Physik oder an der experimenteller Physik spezialiséiert, an am 20. Joerhonnert waren nëmme ganz wéineg Physiker a béiden erfollegräich. Dogéint sinn an der Biologie an an der Chimie all erfollegräich Theoreetiker och Experimentatore gewiescht.

Graff gesot probéieren theoreetesch Physiker Theorien auszeschaffen, déi et fäerdegbréngen, experimentell Resultater ze beschreiwen, z'interpretéieren, an och nei Phenomeener virauszesoen. Dogéint maachen experimentell Physiker verschidden Experimenter mat deenen een nei Phenomeener erfuersche kann, oder awer theoreetesch Viraussoen teste kann. Obwuel Theorie an Experiment separat entwéckelt ginn, kënne se net een ouni deen anere bestoen. Fortschrëtter an der Physik ginn dacks gemaach, wann en Experiment e Resultat gëtt, dat net mat den Theorien erkläert ka ginn, an dowéinst eng nei Theorie entwéckelt muss ginn. Anerersäits ginn d'Iddien vun den Theoreetiker awer och dacks den Ufank fir en neit Experiment. Ouni Experiment kann theoreetesch Fuerschung an déi falsch Richtung goen: sou ass dëst eng Haaptkritik géint d'M-Theorie, eng populär Theorie an der Physik vun den héijen Energien, fir déi nach keen experimentellen Noweis konnt bruecht ginn.

Obwuel d'Physik sech mat enger grousser Villfalt vu Systemer beschäftegt, gëtt et verschidden Theorien déi vun all Physiker benotzt ginn. Vun all dësen Theorië gëtt haut ugeholl datt se, an engem gewësse Beräich, korrekt sinn. Zum Beispill beschreift d'Theorie vun der klassescher Mechanik akkurat d'Beweegunge vun engem Objet, sou laang dëse vill mei grouss ass wéi en eenzelen Atom an hie sech méi lues wéi d'Liichtvitess beweegt. All dës Theorië bleiwen ëmmer nach Gebidder mat aktiver Fuerschung: sou ass, zum Beispill, e wichtegen Aspekt vun der klassescher Mechanik, de Chaos, eréischt am Laf vum 20. Joerhonnert entdeckt ginn, also 3 Joerhonnerte no der éischter Formuléierung vun dëser Theorie vum Isaac Newton. Déi zentral Theorië si wichteg Instrumenter fir méi spezialiséiert Theme kënnen unzegoen, an et gëtt vun all Physikstudent, egal a watfir enger Richtung hie sech spezialiséiert, gefuerdert, datt en déi Theorië gutt beherrscht.

Déi aktuell Fuerschung an der Physik deelt sech a verschidde Gebidder op, déi all verschidden Aspekter vun der materieller Welt ënnersichen. D'Physik vun der kondenséierter Matière, déi vu villen als dat gréisst eenzelt Gebitt vun der Physik ugesi gëtt, beschäftegt sech domat, wéi d'Eegenschafte vun der normaler Matière, wéi déi fest a flësseg Stoffer, mat deene mir all Dag ze dinn hunn, aus den Eegenschaften a mutuellen Interaktiounen tëscht den Atomer, aus deenen des Stoffer bestinn, ervirginn. D'Gebitt vun der atomarer, molekulairer an optescher Physik befaasst sech mat der Aart a Weis wéi sech individuell Atomer a Molekülle behuelen, a besonnesch wéi se d'Luucht absorbéieren an erëm ofginn. D'Gebitt vun der Partikelphysik, dat dacks och als Physik vun den héijen Energien bezeechent gëtt, ënnersicht d'Eegenschafte vu subnuklearere Parikelen, déi méi kleng wéi en Atom sinn. Heizou gehéieren d'Elementarpartikelen, déi d'Grondbausteng vun der Matière bilden. Schlussendlech ginn d'physikalesch Gesetzer vun der Astrophysik an der Kosmologie benotzt fir astronomesch Phenomeener z'erklären, déi vun der Sonn an aneren Objeten am Sonnesystem, bis bei d'Universum als e Ganzt ginn.

Et gëtt vill Gebidder vun der Fuerschung, déi d'Physik mat anere Wëssenschafte mëschen. Zum Besipill dat wäitreechend Gebitt vun der Biophysik, dat physikalesch Eegenschafte vu biologesche Systemer ënnersicht, oder d'Quantechimie, déi erfuerscht, wéi d'Quantentheorie d'cheemescht Verhale vu Moleküllen an Atomer erkläre kann. Hei ass eng Lëscht vun engem Deel vun deene Felder:

Kuckt och Berüümt Physiker a Nobelpräisser an der Physik.

 Zanter der Antiquitéit hunn d'Léit versicht, d'Eegenschafte vun der Matière ze verstoen: Firwat falen net ugehalen Objeten op de Buedem, firwat hu verschidden Materialer verschidden Eegenschaften, a sou weider. Aner Mysterie waren d'Beschafenheet vum Universum, d'Form vun der Äerd an d'Behuele vun Himmelskierper wéi der Sonn an dem Mound. E ganze Koup Theorië si proposéiert ginn, mä déi meescht vun deene ware falsch. Déi Theorië si gréisstendeels a philosopheschen Terme verfaasst ginn, a sinn ni duerch systematesch Experimenter oder Beobachtunge getest ginn, sou wéi dat haut de Fall ass. Et gëtt allerdéngs Ausnamen an Anachronismen: sou huet zum Beispill de griicheschen Denker Archimedes vill quantitativ korrekt Beschreiwunge vun der Mechanik an der Hydrostatik gemaach.

D'Wierker vum Ptolemäus (Astronomie) a vum Aristoteles konnten och net all Phenomeener beschreiwe wéi d'Beobachtunge méi prezis gi sinn.

Dëst huet mat sech bruecht, datt Wourechten, déi bis dohin als absolut ugesi gi waren, a Fro gestallt goufen. Dëst, an d'Sich no neien Äntwerten huet zu enger Period mat grousse wëssenschaftleche Fortschrëtter gefouert, déi haut als wëssenschaftlech Revolutioun bezeechent gëtt. Hir Ufäng kënnen an der Neientdeckung vum Aristoteles am 12. an 13. Joerhonnert gesi ginn. Si fënnt hiren Héichpunkt an der Publikatioun vum Isaac Newton sengem Philosophiae Naturalis Principia Mathematica am Joer 1687 (dësen Datum ass ëmstridden).

Déi meescht Historiker (z. B. den Howard Margolis) soen, datt d'wëssenschaftlech Revolutioun am Joer 1543, mat dem éischten Drock vum polneschen Astronom Nikolaus Kopernikus sengem Buch De Revolutionibus, dat hien eng dose Joer méi fréi geschriwwen hat, ugefaangen huet. D'Hpothees vun dësem Buch ass, datt d'Äerd ronderëm d'Sonn dréint. Aner wichteg Fortschrëtter an där Zäit goufe vum Galileo Galilei, Christiaan Huygens, Johannes Kepler a Blaise Pascal gemaach.

Wärend dem fréie 17. Joerhonnert huet den Galileo als Éischte wëssenschaftlech Experimenter benotzt fir Theorien ze validéieren. Dëst ass d'fundamental Iddi vun der wëssenschaftlecher Method. De Galileo huet verschidde Behaaptungen um Gebitt vun der Dynamik opgestallt an och erfollegräich getest. Dozou zielt d'Gesetz vun der Inertie. Am Joer 1687 huet den Newton säi Principia Mathematica publizéiert, an deem zwou verständlech an erfollegräich Theorien ausgeschafft sinn: D'Beweegungsgesetzer vum Newton, aus deenen déi klassesch Mechanik entstanen ass; an d'Gravitatiounsgesetz vum Newton dat d'fundamental Kraaft vun der Gravitatioun beschreift. Béid Theorien hu mat de Beobachtungen iwwerenee gestëmmt. DPrincipia enthalen och verschidden Theorien um Gebitt vun der Dynamik vun de flëssege Matièren. Am Laf vun den nächste Joerhonnerten ass d'klassesch Mechanik vum Leonhard Euler, Joseph-Louis de Lagrange, William Rowan Hamilton an aneren ausgebaut an ëmformuléiert ginn. D'Gesetz vun der universeller Gravitatioun huet en neit Gebitt, nämlech d'Astrophysik ervirbruecht, déi astronomesch Phenomeener mat Hëllef vu physikaleschen Theorië beschreift.

Nodeem den Newton déi klassesch Mechanik definéiert hat, war dat nächst grouss Fuerschungsfeld an der Physik d'Natur vun der Elektrizitéit. Beobachtungen am 17. an am 18. Joerhonnert vu Wëssenschaflter, wéi dem Robert Boyle, dem Stephen Gray an dem Benjamin Franklin hunn d'Fëllementer fir spéider Aarbechte geluecht. Déi Bobachtungen hunn och eist grondsätzlecht Verstoe vun der elektrescher Spannung a vum Stroum geschaf. 

Am Joer 1821 huet de Michael Faraday d'Etüd vum Magnetismus mat där vun der Elektrizitéit verbonnen. Him ass opgefall, datt ee Magnéit, deen a Beweegung ass, elektresche Stroum an engem Leeder induzéiert. De Faraday huet och d'Konzept vun elektromagnéitesche Felder opgesat. Den James Clerk Maxwell huet dorop opgebaut an, am Joer 1864, 20 ënnerenee verbonnen Equatioune publizeiert, déi d'Interkonnektioune vun elektreschen a magnéitesche Felder erklären. Dës 20 Equatioune konnten duerno vum Oliver Heaviside, mat Hëlléf vum Vektorrechnen, op véier Equatioune reduzéiert ginn.

Nieft aneren elektromagnéitesche Phenomeener kënnen dem Maxwell seng Equatiounen och benotzt gi fir d'Luucht ze beschreiwen. Dëst ass 1888 vum Heinrich Hertz, mam Erfanne vum Radio, an 1895 mat der Entdeckung vun de Röntgen-Stralen, vum Wilhelm Röntgen confirméiert ginn. Well een d'Luucht mat elektromagnéiteschen Termë ka beschreiwen, ass den Albert Einstein op d'Iddi vu senger spezieller Relativitéitstheorie komm. Dës Theorie bréngt et fäerdeg, klassesch Mechanik mat dem Maxwell sengen Equatiounen ze verbannen. D'speziell Relativitéitstheorie vereenegt Raum an Zäit an d'Raumzäit. An dëser Theorie gëtt et eng aner Transformatioun tëscht Referenzkadere wéi an der klassescher Mechanik, wat mat sech bruecht huet datt d'relativistesch Mechanik huet missen entwéckelt ginn, als Ersatz fir déi klassesch Mechanik. Am Fall vun de luese relative Vitesse fënnt een d'klassesch Mechanik an der relativistescher Mechanik erëm. Den Einstein huet weider un der spezieller Theorie geschafft andeems hien d'Gravitatioun mat a seng Rechnungen abezunn huet, a publizéiert am Joer 1915 seng allgemeng Relativitéitstheorie.

D'Basis vun der allgemenger Relativitéitstheorie ass d'Feldequatioun vum Einstein. Déi beschreift wéi den Tensor vun der Energie an der Matière d'Raumzäit verformt. Weider Aarbecht um Einstein senger Feldequatioun huet Resultater erginn, déi de Big Bang, Schwaarz Lächer an en Universum, dat sech ausbreet, viraussoen. Den Einstein war iwwerzeegt, datt d'Universum statesch ass, an huet dowéinst eng kosmologesch Konstant a seng Equatioun agefouert, fir datt statesch Léisunge méiglech sollte sinn. Mä am Joer 1929 huet den Edwin Hubble astronomesch Beobachtunge gemaach, déi beweisen, datt sech d'Universum ausdehnt.

Vum 18. Joerhonnert un ass d'Thermodyanmik vum Boyle, vum Young a vu villen aneren entwéckelt ginn. Am Joer 1733 huet den Bernoulli statistesch Argumenter an der klassescher Mechanik benotzt fir doraus Resultater aus der Thermodynamik ofzeleeden. Dat war d'Gebuertsstonn vun der statistescher Mechanik. Am Joer 1798 huet de Thompson bewisen, datt ee mechanesch Aarbecht kann an Hëtzt verwandelen, an 1847 huet den Joule d'Konservatioun vun der Energie agefouert, an dës souwuel a Form vun Hëtzt wéi och als mechanesch Energie. De Ludwig Boltzmann ass am 19. Joerhonnert verantwortlech fir déi aktuell Form vun der statistescher Mechanik.

Am Joer 1895 huet de Wilhelm Röntgen d'Röntgen-Stralen entdeckt déi sech als héichfrequent elektromagnéitesch Stralung erausgestallt hunn. D'Radioaktivitéit ass 1896 vum Henri Becquerel entdeckt ginn, a méi am Detail vu Marie a Pierre Curie an aneren erfuerscht ginn. Dat war den Ufank vum Gebitt vun der Nuklearphysik.

Am Joer 1897 huet de Joseph J. Thompson den Elektron entdeckt, dat elementar Partikel wat den elektresche Stroum a Stroumkreeser transportéiert. 1904 huet hien den éischte Modell vum Atom proposéiert, deen haut als Plumpudding-Modell bezeechent gëtt. (D'Existenz vum Atom ass schonn 1808 vum John Dalton proposéiert ginn.)

Dës Entdeckungen hunn d'Iddi vum Atom als Grondbaustee vun der Matière, déi vill Physiker vun där Zäit vertrueden hunn, ënnermauert, an hunn zu weiderer Fuerschung un der Struktur vun den Atomer ugereegt.

Am Joer 1911 huet den Ernest Rutherford aus sengen Diffusiounsexperimenter d'Existenz vun engem kompakten Atomkär hirgeleet, deen aus postiv geluedenen Deeler, de Protonen, besteet. D'Neutronen, déi neutral Kärdeeler, sinn 1932 vum James Chadwick entdeckt ginn. D'Relatioun tëscht Mass an Energie (Einstein, 1905) ass op eng spektakulär Aart a Weis wärend dem Zweete Weltkrich bewise ginn, andeems intensiv Nuklearfuerschung op deenen zwou Säite bedriwe ginn ass, mam Zil, eng Atombomm ze bauen. Déi däitsch Ustrengungen, ënner der Leedung vum Heisenberg, hu keng Friichte gedroen, am Géigesaz zu den Allierten hirem Manhattan Project. An de Vereenegte Staaten huet en Team, ënner der Leedung vum Enrico Fermi, am Joer 1942 déi éischt vum Mënsch gemaachen nuklear Kettereaktioun fäerdeg bruecht. 1945 ass dunn deen éischten nukleare Sprengstoff um Trinity Site, an der Géigend vun Alamogordo am New Mexico, getest ginn.

D'Quantesch Feldtheorie ass ausgeschafft gi fir d'Quantemechanik mat der spezieller Relativitéitstheorie konsistent ze maachen. Si ass an de spéiden 1940er Joren entstanen duerch Aarbechte vum Richard Feynman, Julian Schwinger, Sin-Itiro Tomonaga a Freeman Dyson. Si hunn d'Theorie vun der quantescher Elektrodynamik ausgeschafft, déi et mat Erfolleg fäerdeg bréngt, de Lamb shift z'erklären. Quantesch Feldtheorie huet de Kader fir modern Partikelphysik gesat, déi d'fundamental Kräften tëscht den elementare Partikelen erfuerscht.

Den Chen Ning Yang an den Tsung-Dao Lee hunn an den 1950er Joren eng onerwaarten Asymetrie beim Verfall vu subatomare Partikelen entdeckt. De Yang an de Robert Mills hunn eng nei Klass vu Jauge-Theorien erausgeschafft, déi de Kader geliwwert hu fir nuklear Kräften ze verstoen. D'Theorie fir déi staark nuklear Kraaft ass vum Murray Gell-Mann proposéiert ginn. D'elektroschwaach Kraaft, d'Unifikatioun vun der schwaacher nuklearer Kraaft an dem Elektromagnetismus ass vum Sheldon Lee Glashow, Abdus Salam a Steven Weinberg proposéiert ginn, an 1964 vum James Watson Cronin a vum Val Fitch konfiméiert ginn. Dës Endeckungen hunn zum sougenannte Standard Modell an den 1970er Jore gefouert, deen all elementar Partikel, déi bis haut observéiert gouf, beschreift.

D'Quantemechanik huet och d'theoreetesch Handwierksgeschier geliwwert fir d'Physik vun der condenséierter Matière, där hiert Haaptgebitt d'Physik vun der fester Matière ass. Si beschäftegt sech mat den Eegenschafte vu festen an flëssege Stoffer, wouzou Phenomeener wéi Kristallstrukturen, Semikonduktivitéit a Suprakonduktivitéit gehéieren. De Felix Bloch, deen am Joer 1928 eng quantemechanesch Beschreiwung vun den Elektronen an engem Kristall ginn huet, gehéiert zu de Pionéier vun der Physik vun der condenséierter Matière. Den Transistor ass 1947 vun de Physiker John Bardeen, Walter Houser Brattain an William Bradford Shockley an de Laboratoirë vu Bell Telephone entwéckelt ginn.

Déi zwéi grouss Themë vum 20. Joerhonnert, nämlech déi allgemeng Relativitéitstheorie an d'Quantemechanik, sinn onkompatibel mateneen. D'allgemeng Realtivitéit beschreift d'Universum um Moosstaaf vun de Planéiter, de Solarsystemer an de Galaxien, wärend d'Quantemechanik um Moossstaf vun de subatomare Partikele schafft. Des Erausfuerderung gëtt vun der Stringtheorie ugeholl, déi d'Raumzäit net mat Hëllef vu Punkte beschreift, mä mat eendimensionalen Objeten, de Stringen. Dës Stringen hunn d'Eegenschafte vu konventionelle Lastiken (z. B. d'Spannung an d'Vibratioun). Dës Theorie gëtt ganz hoffnungsräich Resultater, déi awer nach net konnte getest ginn. D'Sich no experimentellen Iwwerpréiwe vun der Stringtheorie sinn nach am Gaang.

D'Vereent Natiounen hunn d'Joer 2005, genee 100 Joer no dem Einstein senger Annus mirabilis, zum Weltjoer vun der Physik erkläert.

D'Fuerschung an der Physik geet am Moment op enger grousser Zuel vu Fronte weider, a wäert dat och nach fir en eng laang Zäit maachen.

An der Physik vun der condenséierter Matière ass dee greissten ongeléiste Problem zur Zäit d'Suprakonduktivitéit bei héijen Temperaturen. Grouss Efforten, haaptsächlech vun experminteller Natur ginn dru gesat fir d'Spintronic a quantesch Computeren z'entwéckelen.

An der Partikelphysik sinn déi éischt experminetell Hiweiser op eng Physik nom Standardmodell ogedaucht. Ee vun den Haapthiwäiser ass, datt den Neutrinoen hir Mass net gläich Null ass. Déi Experimenter schéngen de Problem vun de solaren Neutrinoen, deen et schonn eng länger Zäit gëtt, geléist ze hunn. D'Physik vun den Neutrinoe mat Mass ass am Moment e Gebitt mat intensiver Fuerschung, souwuel um expermintelle wéi och um theoreetesche Plang. Nodeems mat dem Large Hadron Collider um CERN e Partikelaccelerator mat enger Energie vu bal 13 TeV gebaut gouf, an den Higgs boson 2012 fonnt gouf, geet et elo ënner anerem dorëm supersymetresch Partikelen ze fannen.

Theoreetesch Versich fir d'Quantemechanik an d'allgemeng Relativiéit an der quantescher Gravitatioun ze vereenegen, hunn nach keng Friichte gedroen, obwuel si scho méi wéi en halleft Joerhonnert undaueren. Déi Kandidaten déi am Moment am warscheinlechste schéngen, sinn d'M-Theorie, d'Superstringtheorie an d'Schläife Quantegravitatioun.

Vill astronomesch a kosmologesch Problemer konnten och nach net befriddegend erkläert ginn. Zu deene Problemer zielen d'Existenz vu kosmesche Strale mat ultrahéijer Energie, d'Asymetrie vun de Baryonen, d'Beschleunegung vun der Ausdehnung vum Universum an déi anormal Rotatioun vun de Galaxien.

Obwuel et grouss Fortschrëtter op de Gebidder vun der Physik vun den héijen Energien, der Quantephysik an der astronomescher Physik gouf, ass den Oflaf vu villen alldeegleche Phenomeener nach ganz wéineg verstan. Sou zum Beispill d'Komplexitéit, Chaos an Turbulenzen. Komplex Problemer, déi op den éischte Bléck schénge wéi wa se duerch eng schlau Uwendung vun der Dynamik an der Statik ze léise wieren, hunn nach ëmmer keng Léisung. Zum Beispill, d'Enstehung vun engem Koup Sand, Wierbelen a fléissendem Waasser, d'Form vu Waasserdrëpsen, d'Mechanisme vun der Uewerflächespannung, oder heterogen Kollektiounen, déi sech selwer arrangéieren, wa se gerëselt ginn. Zanter den 1970er Joren hunn dës komplex Problemer, aus verschiddene Grënn, eng grouss Opmierksamkeet kritt, mä virun allem well et vun do u méiglech war, dës Problemer mat mathematesche Methoden op Computeren op eng nei Aart a Weis ze modeleieren. D'interdisziplinär Wichtegkeet vun der Léisung vun dëse komplexe Problemer ass méi grouss ginn, wéi ee bei der Etüd vun der Turbulenz an der Aerodynamik, an der Beobachtung vum Entstoe vu Motiver a biologesche Systemer gesäit. Am Joer 1932 hat den Horace Lamb korrekt virausgesot:

I am an old man now, and when I die and go to heaven there are two matters on which I hope for enlightenment. One is quantum electrodynamics, and the other is the turbulent motion of fluids. And about the former I am rather optimistic.

 (Ech sinn elo en ale Mann, a wann ech stierwen an an den Himmel kommen, da gëtt et zwou Saachen déi ech gär verstoe géif. Déi éischt ass quantesch Elektrodynamik, an déi zweet ass d'turbulent Beweegung vu Flëssegkeeten. An ech sinn zimmlech optimistesch datt dat mat der éischter klappt.)




#Article 138: Archeologie (691 words)


DArcheologie ënnersicht déi materiell Kultur (verschidden Objeten, Miwwelen, Nekropolen, Monumenter, mä awer och Schanken a planzlech Iwwerreschter wéi Kären a Pollen) a versicht d'Relatiounen tëscht dësen eenzelen Elementer ze verstoen. Den Archeolog versicht d'Ëmwelt, d'Techniken, d'Ekonomie an d'Gesellschaft ze rekonstituéieren.

D'Archeologie ass eng Quell vun der Geschicht an den Archeolog ass een Typ vun Historiker, dee sech haaptsächlech un de Saachen intresséiert, déi am Buedem vergruewe sinn. Hien ass en Historiker vun der materieller Kultur a vum Alldag.

Den Interessi un ale Kulturen ass näischt Neies, schonn d'Réimer hu sech dofir begeeschtert. Si hunn d'Pyramide besicht.

An der Renaissance koum et zu enger grousser Begeeschterung fir d'Antiquitéit an déi, déi sech et leeschte konnten, sinn an Italien an d'Vakanz gefuer, am léifsten op Roum. Bei dëse Reese goufen natierlech och Objete gesammelt, fir doheem ze weisen, an et ass virkomm datt dofir och alt gegruewe gouf. Bei dëse Sammler fanne mer ënner anerem d'Medici-Famill vu Florenz.

Am 18. Joerhonnert geet et richteg mat Ausgruewunge lass, dëst duerch d'Decouverte vu Pompeji an Herculanum am Joer 1711.

Am 19. an 20. Joerhonnert ginn ëmmer méi Ausgruewungen ugefaangen, an zu de wichtegsten zielen do wuel d'Decouverte vum homereschen Troja duerch den Heinrich Schliemann (1870) an d'Graf vum Tutanchamun (1922).

Prospektioune sinn eigentlech keng Ausgruewungen an deem Sënn, mä éischter eng Etüd vun der Landschaft. Si ginn normalerweis viru programméierten Ausgruewunge gemaach, fir ze kucken op sech de ganzen Opwand iwwerhaapt lount. Bei sou Prospektioune schafft eng pluridisziplinar Ekipp zesummen a sicht systematesch no interessante Plazen.

Dobäi gëtt et verschidden Type vu Prospektiounen:

Preventiv Ausgruewunge sinn zäitlech limitéiert an trieden ëmmer dann op, wann duerch geplangt Bauaarbechten archeologesch Sitten a Gefor kommen. Eng ganz Partie Ausgruewunge goufen zum Beispill op der Streck vum TGV a Frankräich gemaach, éier den Zuch iwwer alles rullt.

Programméiert Ausgruewunge sinn zäitlech onbegrenzt an gi vun enger bestëmmter Problematik aus. Bei sou Ausgruewunge weess ee genee no wat ee siche wëllt an et besteet keen Zäitdrock. Normalerweis ginn sou Ausgruewungen am Summer gemaach, an et gëtt fir ee Mount am Joer gegruewen. Doduerch dauert et natierlech laang bis een zu engem Resultat kënnt.

An dësem Fall steet de Bagger schonn um Terrain. Dat kann zum Beispill beim Bau vun engem Haus geschéien. Beim Ausgruewe vum Fëllement stéisst een op eemol op eng al Réimervilla. An dësem Fall gi ganz séier d'Archeologen op den Terrain geruff an déi probéieren a kierzter Zäit dat wichtegst vum Site erauszehuelen, fir datt d'Aarbechte kënne weidergoen.

Den Archeolog sicht net den Objet selwer mä wat deen Objet him verrode kann. Dowéinst ass et extreem wichteg den Objet net aus sengem Ëmfeld erauszehuele bis d'Etüd vum Kontext, an deem den Objet fonnt gouf, ofgeschloss ass.

De Quadrillage vum Terrain gëtt an dräi Achsen (horizontal: x  y - Déift: z) gemaach, meeschtens mat Ficellen.

Hautdesdaags gëtt et natierlech och d'Méiglechkeet einfach eng digital Foto vum Terrain ze maachen, an um Computer e Plang ze zeechnen.

Bei der stratigraphescher Method ënnersicht een déi verschidde Schichten am Buedem. Déi déifst Schichte sinn dobäi normalerweis déi eelst, a mat dëser Method kann een eng Rei Phase feststellen: Phase wou den Terrain bebaut war, Phase wou d'Gebaier zerstéiert goufen asw.

Heiansdo kënnt et vir datt een zum Beispill an engem merowengesche Graf Mënzen oder Vase fënnt, déi e gutt Stéck méi al sinn. Dat kënnt vir wann zur Merowengerzäit elo zum Beispill een op der selwechter Plaz begruewe ginn ass, op där et schonn e Graf gouf, an duerch d'Ëmgruewe vum Buedem hu sech déi zwou Schichte vermëscht. Dat mécht d'Datéiere natierlech méi schwiereg a verlaangt e groussen Effort fir eng ongeféier Zäitperiod festzesetzen. Datéiert gëtt hei andeems d'Objete matenee verglach ginn.

Verschidden Objete kann ee bal op den Dag genee datéieren. Dëst ass zum Beispill bei Mënzen de Fall, op deenen een dacks den Herrscher vun där Zäit drop fënnt. Eenzegen Hoken ass hei natierlech datt d'Mënzen iwwer länger Zäit am Ëmlaf waren. Nimm fënnt een awer och op aneren Objeten, zum Beispill op Vasen oder och Kilometersteng. An natierlech gëtt et och historesch Fakten, déi engem nëmmen e klenge Spillraum oploosse vu wéini bis wéini dësen Objet benotzt gouf.




#Article 139: Planéit (656 words)


E Planéit ass en Himmelskierper deen net selwer liicht a sech an enger Kepler-Ëmlafbunn ëm e Stär beweegt. Den Numm staamt vum Griichesche plánetes a bedeit déi doruechter wanderen (Algriichesch de Wanderer (Planéit)). Fréier goufen d'Planéiten am Däitschen och als Wandelsterne bezeechent. Déi meescht Planéite vum Sonnesystem gi vu Mounden ëmkreest.

Um Enn vum 20. Joerhonnert gouf den éischten Exoplanéit, e Planéit baussenzeg vum Sonnesystem entdeckt, an zwar den 51 Pegasi b deen ëm de Stär 51 Pegasi kreest. D'Zuel vun de bekannten Exoplanéiten ass zanter deem ëmmer méi grouss ginn.

D'Haaptasteroidenceinture trennt déi bannenzeg vun de baussenzege Planéiten.

D'Duerchschnëttsofstänn vun de Planéiten zur Sonn loosse sech zimmlech genee mat der Titius-Bode-Rei uginn. Tëscht dem Mars an dem Jupiter ass e Lach, dat mat der d'Haaptasteroidenceinture gefëllt gëtt; allerdéngs trëtt den Ofstand vum Neptun net an der Rei op.

Et gëtt bis haut kee kloer definéierte Critère fir zwëscht Planéiten an Asteroiden z'ënnerscheeden. Sou war de Planéitestatus vum Pluto wéinst senger klenger Gréisst a senger staark elliptescher Bunn, déi och nach géint d'Ekliptik geneigt ass, ëmstridden. Vill Astronomen zielen de Pluto zur Kuiperceinture, engem Reservoir vu Koméiten an Asteroiden, deen no banne bis un d'Bunn vum Neptun reecht. Déi kierzlech Entdeckung vun änlech groussen Himmelskierper an der Kuiperceinture hunn d'Diskussioun ëm dem Pluto säi Status erëm nei opliewe gelooss. D'I.A.U. (International Astronomesch Unioun) huet am Joer 2006 dem Pluto säi Rang als Planéit ofgesprach. De Pluto figuréiert elo als Zwergplanéit

Eng gutt Definitioun vun engem Planéit gëtt dCalifornia Institute of Technology, dat enk mat der NASA zesumme schafft: En Objet am Sonnesystem gëtt als Planéit bezeechent, wann en eng méi grouss Mass huet wéi all déi aner Objeten zesummen, déi am selwechten Orbit sinn. Sou ass d'Äerd e Planéit, well se méi schwéier ass wéi all Asteroiden, déi déi selwecht Ëmlafbunn wéi d'Äerd hunn. De Pluto ass zwar de gréissten Objet a senger Ëmgéigend, awer net méi schwéier wéi d'Zomm vu sengen Nopeschobjeten, dofir kann en no der Definitioun net zu de Planéite gezielt ginn. No där Definitioun géifen et an eisem Sonnesystem aacht amplaz néng Planéiten.

Fir sech d'Reiefolleg vun de Planéitebunnen vun der Sonn aus gesinn ze mierke gëtt et en däitschen Akrostichon als Ieselsbréck Mein Vater Erklärt Mir Jeden Sonntag Unsere Neun Planeten. D'Ufanksbuschstawe sinn déi selwecht wéi déi vun den Nimm vun de Planéiten, dobäi gëtt de Pluto nach matgezielt. En engleschen Akrostichon wier zum Beispill Mother very thoughtfully made a jelly sandwitch under no protest. Hei steet den T fir Terra an den A fir d'Haaptasteroidenceinture.

D'Planéite Merkur, Venus, Mars, Jupiter a Saturn si mat bloussem A um Nuetshimmel z'erkennen a gesi méi hell aus wéi déi meescht Stären. Si ware schonn an der Antiquitéit bekannt a goufe vu ville Kulture mat hiren Haaptgötter identifizéiert. Déi nach haut benotzten Nimm stamen aus der réimescher Mythologie.

Obwuel et schonn an der Antik Vertrieder vum Heliozentresche Weltbild gouf (z. B. Aristarchos vu Samos), sou gouf dach bis an d'Mëtt vum 16. Joerhonnert allgemeng ugeholl, datt sech d'Planéiten zesumme mat der Sonn ëm d'Äerd beweegen (Geozentrescht Weltbild).

Ënner gënschtege Bedingungen ass den Uranus och mat bloussem A z'erkennen, an e gouf scho 1690 - falsch - als Stär katalogiséiert. Ma eréischt 1781 gouf e vum Sir Friedrich Wilhelm Herschel als Planéit erkannt. Mat Hëllef vun eeleren Observatiounen ass et dem Johann Elert Bode gelongen, seng Ëmlafbunn genee ze bestëmmen. Mat Hëllef vu Stéierungen an der Bunn vum Uranus huet den Urbain Le Verrier d'Bunn vun engem weidere Planéit berechent, wat den 23. September 1846 zu der Entdeckung vum Neptun duerch de Johann Gottfried Galle an den Heinrich Louis d'Arrest gefouert huet. Duerch den nei entdeckte Planéit konnten allerdéngs net all Onreegelméissegkeeten an der Bunn vum Uranus erkläert ginn.

Schliisslech gouf 1930 vum Clyde William Tombaugh e weideren Objet entdeckt a méi spéit Pluto genannt, dee bis elo als néngte Planéit gëllt. D'Existenz vun engem weidere Planéit (Transpluto oder Planéit X) am Sonnesystem ass onwahrscheinlech.




#Article 140: Himmelskierper (185 words)


En Himmelskierper ass en astronomeschen Objet, dee vun der Astronomie an der Astrophysik ënnersicht gëtt.

Astronomesch Objeten ëmfaassen Himmelskierper, Raumfluchkierper, kosmologesch Objeten an astronomesch Elementer vun der Himmelsmechanik.

Himmelskierper ass eng Sammelbezeechnung fir all ausserierdesch natierlech Kierpere wéi Planéiten, Mounden, Asteroiden, Koméiten, Meteoritten, Meteoroiden, Stären (z. B. d'Sonn) a Stäresystemer.

Objeten am Sënn vun der Raumfaart si Raumfluchkierper.

Dat sinn Objete vun der Kosmologie, wéi déi prinzipiell Strukture vum Universum, (Filamenter a Voids) an – bis elo – nach hypothetesch oder an hirer Natur nach net ganz geklärten Objeten, wéi Schwaarz Lächer, Donkel Matière; kuckt och: Urknall, Stréngtheorie.

Eng Orientéierung vun eenzele Fachgebidder vun der Astronomie:

Objeten no bei der Äerd:

Solar Objeten:

Extrasolar Objeten: Objete baussenzeg vun der Grenz vun eisem Sonnesystem (Deep-Sky-Objete).

Astronomesch Elementer sinn ausgewielt immateriell geometresch Objeten. Si hëllefe bei der Definitioun vun Astronomesche Koordinatesystemer an der Lag zoueneen, fir d'Ëmrechnung vun de Koordinaten, fir d'Referenzéierung a fir d'Berechnung vu Bunnnelementer a Bunndate vun engem Objet, dem Zäitpunkt vun Astronomeschen Evenementer souwéi de Beweegungen an de Positioune relativ zum Standpunkt vum Beobachter (Ephemeriden). Rechentechnesch gi s'awer geneesou wéi materiell Objete behandelt.




#Article 141: Stär (1270 words)


Ënner engem Stär versteet een en Himmelskierper dee vu sech aus liicht, aus Plasma besteet, an deem seng Stralungsenergie duerch Kärfusioun bannen am Stär entsteet. Awer och déi kompakt Endstadie vun der Stärenentwécklung, wéi Neutronestären a wäiss Zwergen, ginn zu de Stäre gezielt, och wa se nëmmen duerch hir Reschtwäermt Stralung ofginn.

Fréier gouf de Begrëff Fixstär fir d'Ofgrenzung géintiwwer Wandelstäre gebraucht. Awer och d'Fixstäre beweege sech, wann och nëmme ganz lues, miessbar um Himmel. Sou wäerten an e puer dausend Joer déi haiteg Stärebiller net méi z'erkenne sinn.

Um ganzen Himmel sinn ongeféier 6.000 Stäre mat bloussem A z'erkennen. Den Ubleck vun deenen anscheinend strukturlose Punkten um Himmel ka liicht doriwwer ewech täuschen, datt d'Stären net nëmmen duerch hir Distanz, mä och duerch déi immens Variatiounsbreete vun hiren Temperaturen, Liichtkraaft, Massendicht, Volumen a Prozesszäiten, Wäerter iwwerspanen, déi een duerchaus als astronomesch bezeechne kann. Sou kéint een déi baussenzeg Schichte vu roude Risestären no de Critèrë vun der ierdescher Technik als Vakuum bezeechnen, wougéint dat Bannenzegt vun Neutronestäre sou dicht ass, datt en Téiläffel dovu sou vill wéi e ganze Bierg weie géif. Genee sou ginn déi bedeelegt Temperature vun e puer dausend bis zu e puer Milliarde Kelvin. Nieft deenen extreem ënnerschiddlechen Erschéngungsforme vu Stäre gëtt et awer och dacks en zimmlech grousse Räichtum u bannenzege Strukturen. Dësen Artikel kann dowéinst och nëmmen e graffen Iwwerbléck ginn an op Artikele weisen, déi méi wäit féieren.

D'Stären hunn an alle Kulturen eng wichteg Roll gespillt an déi mënschlech Imaginatioun ugereegt. Si goufe reliéis interpretéiert a fir Bestëmmung vum Kalenner a méi spéit och fir d'Orientéierung an d'Navigatioun benotzt. Déi an eisem Kulturkrees bekannte Stärebiller kommen zum Deel vun den Babylonier an aus dem griicheschen Antiquitéit. Déi zwielef Stärebiller vum Déierekrees bilden d'Basis vun der Astrologie. Mä wéinst der Prezessioun sinn déi sichtbar Stärebiller haut par Rapport zu den astrologeschen Déierekreeszeechen ëm ongeféier een Zeeche verréckelt. Vill vun den haut bekannten Nimm wéi Algol, Deneb oder Regulus kommen aus dem Arabeschen oder dem Laténgeschen.

Ongeféier zanter 1600 huet d'Astronomie d'Stärebiller dozou benotzt fir den Objeten an deene jeeweilegen Himmelsregiounen en Numm ze ginn. Ee bis haut nach wäit verbreete System fir d'Benennung vun den hellste Stäre vun engem Stärebild geet op d'Stärekaarte vum däitschen Astronom Johannes Bayer zréck. D'Bayer-Bezeechnung vun engem Stär besteet aus engem griichesche Buschtaf virum Genitiv vum laténgeschen Numm vum Stärebild, an deem de Stär läit; sou ass also γ Lyrae den drëtthellste Stär am Stärebild Lyra. En änleche System gouf vum britteschen Astronom John Flamsteed agefouert: D'Flamsteed-Bezeechnung vun engem Stär besteet aus vir enger fortlafender Zuel an duerno erëm dem Genitiv vum latengeschen Numm vum Stärebild, wéi zum Beispill 13 Lyrae. D'Flamsteed-Bezeechnung gëtt dacks da gewielt, wann et fir e Stär keng Bayer-Bezeechnung gëtt. Déi meescht Stäre ginn awer nëmmen duerch hir Nummer an engem Stärekatalog identifizéiert.

Et gëtt eng Rei vu Firmen a souguer Observatoiren déi hire Clienten géint eng entspriechend Bezuelung ubidden fir e Stär no hinnen ze benennen. Dës Nimm ginn allerdéngs nëmme vun deene betreffende Firmen an hire Clienten unerkannt. D'International Astronomesch Unioun, déi offiziell fir Benennung vun de Stären zoustänneg ass, huet sech ganz däitlech vun dëser Praxis distanzéiert.

De Stär deen eis am noosten ass ass d'Sonn. Den nächste Fixstär am klassesche Sënn ass Proxima Centauri ongeféier 4,24 Liichtjoer vun eis. All Stären déi ee mat bloussem A erkennen kann, gehéieren zu eiser Galaxis. Si schénge sech ronderëm e Band um Himmel ze konzentréieren: d'Mëllechstrooss, déi de Plang vun eiser Galaxis markéiert.

D'Stäre sinn duerch hir enorm Distanz a Wierklechkeet däitlech méi kleng wéi déi Punkten déi mer gesinn. Souguer an deem beschten Teleskop erschénge se nëmmen als Punkten. D'Flackere vun de Stären, dat een heiansdo gesi kann, berout nëmmen op Turbulenzen an der Atmosphär vun der Äerd.

D'Astronomie huet an de leschten honnert Joer ëmmer méi dacks op Methode vun der Physik zréckgegraff. Sou berout e groussen Deel vun eisem Wëssen iwwer d'Stären op theoreetesche Stäremodellen, deenen hir Qualitéit un der Iwwereneestëmmung mat den astronomeschen Observatioune gemooss gëtt. Emgekéiert ass d'Erfuerschung vun de Stären duerch déi enorm Zuel vu Phenomeener an duerch d'Spanwäit vun de bedeelegte Parameter och fir déi physikalesch Grondlagefuerschung vu grousser Bedeitung.

Bal all d'Stäre sinn a Galaxien. Galaxië bestinn aus e puer Millioune bis zu Honnerte vu Milliarde vu Stären a si sinn hirersäits a Galaxiëkéip gruppéiert. No Schätzunge vun Astronome gëtt et am ganze siichtbaren Universum ongeféier 100 Milliarde Galaxië mat ongeféier 70 Trilliarde (7 × 1022) Stären. Wéinst der Gravitatioun ëmkreesen d'Stären den Zentrum vun hirer Galaxis mat Vitesse vun e puer Dose km/s a brauchen typescherweis fir en Ëmlaf e puer honnertdausend Joer. Méi no zum Zentrum gëtt et allerdéngs däitlech méi kuerz Ëmlafzäiten. D'Stäre si bannent enger Galaxis net ganz gläichméisseg verdeelt, mä si bilden deelweis oppe Stärekéip wéi zum Beispill d'Pléiaden, op Däitsch och Siebengestirn genannt, oder Kugelstärekéip, déi am Halo vu Galaxië sinn. Do derbäi sti se am galakteschen Zentrum däitlech méi no beienee wéi an de Randberäicher.

Stäre loosse sech mat wéinege Zoustandsgréissten bal vollstänneg charakteriséieren. Déi wichtegst nennt een fundamental Parameter. Dozou zielen

D'Uewerflächentemperatur, d'Schwéieraccelleratioun an d'Heefegkeet vun de cheemeschen Elementer op der Stäreuewerfläch loosse sech aus dem Stärespektrum ermëttelen. Ass d'Distanz vun engem Stär bekannt, beispillsweis duerch d'Miessung vun senger Parallax, sou kann een d'Liichtkraaft iwwer d'visuell Magnitude berechnen, déi duerch Fotometrie gemooss gëtt. Aus dësen Informatiounen kënne schliisslech de Radius an d'Mass vum Stär bestëmmt ginn. D'Rotatiounsvitesse v um Equator kann net direkt berechent ginn, mä nëmmen d'projizéiert Komponente  mat der Inklinatioun i, déi d'Orientéierung vun der Rotatiounsachs beschreift.

Bal all Stäre loosse sech eendeiteg an eng Spektralklass an an eng Liichtkraftklass andeelen. Si falen bannenzeg vum Hertzsprung-Russell-Diagramm (HRD) oder dem Faarwen-Hellegkeets-Diagramm a relativ kleng Beräicher, wou déi wichtegst d'Haaptrei ass. D'Taatsaach, datt sech bal all Stäre sou einfach andeele loossen, bedeit, datt d'Ausgesi vun de Stäre vun nëmme relativ wéinege physikalesche Prinzipie bestëmmt gëtt.

Am Verlaf vu senger Entwécklung beweegt sech de Stär am Hertzsprung-Russell-Diagramm. D'Bunn vun engem Stär an dësem Diagramm ass haaptsächlech duerch eng eenzeg Gréisst festgeluecht, nämlech seng Ufanksmass. Dobäi bleiwen d'Stären déi meescht Zäit op der Haaptrei, an entwéckele sech am Spéitstadium zu Rout Risen an enden deelweis als Wäiss Zwergen. Dës Stadie ginn am Artikel iwwer d'Stärenentwécklung méi no beschriwwen.

Der Wertebereich einiger Zustandsgrößen überdeckt viele Größenordnungen. D'Uewerflächentemperature vun den Haaptreiestären reeche vun ongeféier 2200 K bis 45.000 K, hir Masse vun 0,07 bis 120 Sonnemassen an hir Radie vun 0,1 bis 25 Sonneradien. Rout Rise sinn däitlech méi kal a kënne sou grouss ginn, datt déi komplett Äerdbunn an hir Plaz hätt, bei VY Canis Majoris souguer déi vum Saturn. Wäiss Zwerge hunn Temperaturen bis zu 100.000 K, sinn awer nëmme sou kleng wéi eis Äerd, obwuel hir Mass mat der Sonnemass ze vergläichen ass. D'Mass vun Haaptreiestäre kann duerch d'Mass-Liichtkraaft-Relatioun ofgeschat ginn.

D'Eegebeweegung vun engem Stär schliisslech ass de Vitessvektor a Bezuch op d'Position vun der Sonn. Typesch Eegebeweegungen leien tëscht 10 an 100 Kilometer pro Sekonn. Dat ass meeschtens och eng Eegenschaft vun der Stärenëmgéigend, d. h. Stäre si meeschtens a Rou an hirer eegener Ëmgéigend. Dat kënnt dohier, datt Stären a Gruppen aus grousse Gaswolleken entstinn. Duerch zoufälleg Prozesser, wéi beispillsweis Stärerendez-vousen an dichte Kugelstärekéip oder méiglech Supernova-Explosiounen an hirer Ëmgéigend, kënne Stären iwwerduerchschnëttlech Eegevitesse kréien (sougenannt runaway stars oder Hyperschnellleefer). Déi jeeweileg Vitess geet awer ni iwwer Wäerter vu wéinegen honnert Kilometer pro Sekonn eraus. Déi éischt Entdeckung vu Stären déi duerch hir Eegebeweegung d'Mëllechstroos verlooss haten, goufen an de leschte Jore gemaach. Momentan sinn eelef vun dëse Stäre bekannt, déi gréisstendeels no Begéignunge mat dem Schwaarze Lach am galakteschen Zentrum, hiren Impuls kritt haten.




#Article 142: Friedrich Wilhelm Raiffeisen (163 words)


De Friedrich Wilhelm Raiffeisen, gebuer den 30. Mäerz 1818 zu Hamm bei Sieg a gestuerwen den 11. Mäerz 1888 zu Heddesdorf, war en däitsche Politiker a Philantrop.

Hie war Buergermeeschter vu verschiddenen Uertschaften: vun 1845 u vu Weyerbusch am Westerwald, vun 1848 u vu Flammersfeld a schliisslech vun 1852 bis 1865 vun Heddesdorf, haut e Staddeel vun Neuwied.

De Raiffeisen gehéiert zu de Grënner vun der genossenschaftlecher Selbsthëllef an Däitschland. Hien hat d'Iddi wuel duerch seng Tätegkeet als jonke Buergermeeschter vu Flammersfeld kritt, wéi e mam Leide vun der Landbevëlkerung konfrontéiert gouf, déi wéinst schlechte Rekolten dacks op Wucherer ugewise waren. Dofir huet en Darlehenskassenveräiner gegrënnt an huet sou der Landwirtschaft gehollef, an d'Ofrëtschen an de Misär verhënnert.

De Raiffeisen huet e wichtege Bäitrag zu der Sozialgeschicht vum 19. Joerhonnert geleescht a gëllt als e grousse Wohltäter aus der deemoleger Zäit.

No him gouf d'Raiffeisenorganisatioun benannt, déi mëttlerweil weltwäit aus méi wéi 330.000 eenzele landwirtschaftleche Genossenschafte besteet, déi sech ëm allgemeng Finanzdéngschtleeschtunge këmmeren.




#Article 143: Titius-Bode-Rei (207 words)


DTitius-Bode-Rei ass eng empiresch Reegel iwwer d'Ofstänn vun de Planéiten zur Sonn.

Duerno ass den Ofstand d vum Planéit zur Sonn (an Astronomeschen Eenheeten):

d = 0,4 + 0,3 * k

woubäi k = 0, 1, 2, 4, 8, 16, 32, 64, 128, dat heescht k ass 0 respektiv eine Zweerpotenz.

Wéi ee gesäit stëmmt d'Reegel bis op e puer Prozent genee mat den tatsächlechen Ofstänn iwwereneen. Allerdéngs gëtt et zwou Ausnamen:

Et gëtt keng sécher Erklärung firwat d'Ofstänn vun de Planéite sech no der Titius-Bode-Rei verhalen. Eng méiglech Ursaach wier de Resonanz-Effet tëscht de Planéiten. Simulatiounen iwwer d'Entstoe vu Planéitesystemer schéngen dat ze bestätegen. Et ass awer och méiglech, datt et sech bei der Titius-Bode-Rei ëm eng reng zoufälleg Zuelekonstellatioun handelt.

Fir de Fall, dat et sech bei der Reegel net nëmmen ëm Zoufall handelt, gëtt et och Hypotheese fir déi zwou uewegenannten Ausnamen:

D'Reegel gouf 1766 vum Johann Daniel Titius entdeckt a vum Johann Elert Bode 1772 verëffentlecht. D'Entdeckung vum Uranus 1781 huet d'Reegel bestätegt. Vill Astronomen hunn no engem Planéit am Lach zwëscht Mars an Jupiter gesicht. An der Nuecht zum 1. Januar 1801 huet dunn den Giuseppe Piazzi en Himmelskierper op der ugehollener Distanz entdeckt. Et war dëst deen éischten entdeckten Asteroid, Ceres.




#Article 144: Haaptstadregioun Bréissel (216 words)


DHaaptstadregioun Bréissel (fr.: Région de Bruxelles-Capitale, nl.: Brussels Hoofdstedelijk Gewest) ass eng vun den dräi Regiounen vun der Belsch. Si gouf 1989 gegrënnt an ëmfaasst 19 selbstänneg Gemengen, déi awer sou unenee gebaut sinn, datt ee kaum um Stadbild mierkt, datt ee vun där enger an déi aner kënnt. D'Stad Bréissel, ass eng, wann och déi gréisst, vun dësen 19 Gemengen.

Well an der Belsch alles, wat mat Kultur, Sprooch oder Educatioun ze dinn huet, net ënner d'Kompetenz vun de Regiounen, mä vun de Communautéitë fält, sinn där zwou fir dës 19 Gemengen zoustänneg: d'Franséisch Communautéit vun der Belsch (Communauté française de Belgique) an d'Flämesch Communautéit (Vlaamse Gemeenschap). Ongeféier 80 % vun den Awunner ziele sech zur franséischsproocheger, 20 % zur flämeschsproocheger Communautéit. D'Haaptstadregioun ass dann och offiziell zweesproocheg, dofir mussen all offiziell Schreiwes, bis hin zu de Stroosseschëlter, an deenen zwou Sprooche sinn, a vun de Schoule bis zu de Kulturariichtungen (Theater, asw.) gëtt et alles duebel an där enger oder aner Sprooch.

Een Awunner op 4 (28,4 %) ass kee Belsch. Vun den ongeféier 280.000 Auslänner, déi an der Regioun Bréissel liewen, sinn der eng 134.000 aus engem vun den dunn 25 EU-Memberstaaten. Déi aner komme virun allem aus dem Maghreb, der Tierkei an Zentralafrika.

D'Haaptstadregioun Bréissel sëtzt sech aus 19 selbstännege Gemengen zesummen:




#Article 145: Pierre Werner (173 words)


De Pierre Werner, gebuer den 29. Dezember 1913 zu Saint-André-lez-Lille bei Lille a gestuerwen de 24. Juni 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker. Hie gëllt als ee vun de Pappen vum Euro.

No sengem Studium, tëscht 1934 an 1937, zu Paräis (Droit a Politikwëssenschaft) huet de Pierre Werner bei der Banque générale du Luxembourg geschafft.

Den 2. Mäerz 1959, nom Doud vum Pierre Frieden, gouf de Pierre Werner Premierminister, Staats- a Finanzminister. Tëscht 1959 an 1984 war hie vun do un, mat Ausnam vun de Joren 1974-1979, Regierungschef vu verschiddene Koalitiounsregierungen, an hat zousätzlech, jee nodeem, d'Portefeuillën Aussebezéiungen, Finanzen, Justiz, Fonction publique an/oder Kultur.

Bei de Chamberwale vum 17. Juni 1984 ass hien net méi ugetratt. Hie war tëscht 1985 a 1987 President vum Verwaltungsrot vun der CLT an hie war vun 1989 bis 1996 President vun der SES un där hirer Grënnung hie maassgeeblech bedeelegt war.

De Pierre Werner ass de 24. Juni 2002 an der Stad Lëtzebuerg verscheet.

Hien ass de Papp vum Jurist a Botaniker Jean Werner.




#Article 146: Yukichi Chuganji (100 words)


Den Yukichi Chuganji (中願寺 雄吉 Chūganji Yūkichi; * 23. Mäerz 1889 zu Chikushino, † 28. September 2003 zu Orori) war zanter dem Doud vum Italieener Antonio Todde am Januar 2002 eng Zäit laang den eelste Mann vun der Welt a stoung dofir och am Guinness-Buch vun de Rekorden.

De pensionéierten Ziichter vu Seideraupen huet an der Stad Ogori an der Fukuoka Prefecture op der Insel Kyushu a Japan gelieft. Hien ass am Alter vun 114 Joer an 189 Deeg am Krees vu senger Famill verscheet.

Mat sengem Doud ass de Joan Riudavets offiziell den eelste Mann vun der Welt ginn.




#Article 147: Rainer Werner Fassbinder (163 words)


De Rainer Werner Fassbinder, gebuer den 31. Mee 1945 zu Bad Wörishofen, Bayern, a gestuerwen den 10. Juni 1982 zu München, war en däitsche Film- a Büneregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur a Schauspiller.

De Fassbinder wollt d'Filmhéichschoul zu Berlin besichen, hie gouf awer net zougelooss. 1968 schreift e säin éischt Theaterstéck (Katzelmacher). E grënnt da mat der Irm Hermann, der Hanna Schygulla, dem Peer Raben an dem Kurt Raab de Grupp Antitheater.

Vun 1969 un dréint de Fassbinder ee Film nom aneren.

Seng éischt Filmer bis 1974 dréint de Fassbinder haaptsächlech mat de Schauspiller aus dem Antitheater.

Ufank der 70er Joren dréit de Fassbinder eng ganz Serie bedeitend Filmer wéi: Der Händler der vier Jahreszeiten, Wildwechsel an Die bitteren Tränen der Petra von Kant.

Televisounsgeschicht huet hien och mat der Verfilmung an 13 Deeler (15 ½ Stonnen) vum Alfred Döblin sengem Roman Berlin Alexanderplatz geschriwwen.

De Fassbinder huet séier geschafft; mat Drogen huet hie sech gedoppt. Mat 37 Joer ass en un enger Iwwerdosis gestuerwen.




#Article 148: Pierre Frieden (216 words)


De Pierre Frieden, gebuer den 28. Oktober 1892 zu Mäertert a gestuerwen den 23. Februar 1959 zu Zürich, war e lëtzebuergesche Politiker a Schrëftsteller.

Tëscht 1912 an 1916 studéiert de Pierre Frieden Philosophie a Literatur an der Stad an zu Freiburg, Zürich, Genf a München. 1919 gëtt hie Professer a gëtt bis 1940 Coursen am Dikrecher Kolléisch, am Stater Kolléisch an um Cours supérieurs.

Vum 4. bis den 18. September 1942 haten Besatzer hien am Gronn agespaart an duerno bis de 4. November 1942 am KZ Hinzert. Duerno gouf hie vu senger Plaz als Direkter vun der Nationalbibliothéik den 1. Oktober 1942 entlooss. Duern stoung en ënner Hausarrest vum Oktober 1942 bis zur Liberatioun am September 1944.

Vum 14. Dezember 1945 bis de 15. Juli 1948 war hie Member vum Staatsrot.

D'Funktioun als Minister fir Erzéiung, Kultur a Wëssenschaften hëlt hien an der Regierung Regierung Dupong-Schaus, no de parzielle Chamberwalen vum 6. Juni 1948 am Süden an am Osten, nees un.

Hie war bestuet mat der Madeleine Kinnen.

Dem Pierre Frieden säi literarescht Wierk dréit sech ëm de Mënsch am Liicht vun engem kathouleschen Humanismus. Hien huet vill Bicher an Artikele verëffentlecht.

Als Unerkennung un de Pierre Frieden sinn eng Rei Stroossen no him benannt: zu Déifferdeng, an der Stad Lëtzebuerg, zu Mäertert, Schëffleng an Zolwer.




#Article 149: Clemens Krauss (241 words)


De Clemens Krauss, gebuer den 31. Mäerz 1893 zu Wien, a gestuerwen de 16. Mee 1954 zu Mexiko-Stad, war en éisträicheschen Dirigent. Hie war mat der rumänescher Sopranistin Viorica Ursuleac bestuet.

De Clemens Krauss war de Jong vun der Clementine Krauss, enger Schauspillerin a Sängerin. Mat aacht Joer gëtt e Member vun de Wiener Sängerknaben. Seng Musekstudie mécht en op der Wiener Musikakademie bei dem Richard Heuberger an dem Hermann Graedener. 1912 fänkt hien als Chouerchef an der Oper zu Brno un. Vun 1913-1914 ass e schonn Orchesterchef am däitschen Theater zu Riga, 1915-1916 zu Nürnberg, 1916-1921 zu Stettin an 1921 zu Graz. Vun 1922 bis 1924 dirigéiert hien ofwiesselnd mam Franz Schalk an der Wiener Staatsoper. Do léiert de Krauss de Richard Strauss kennen. Déi zwéi Männer bleiwen zäitliewens frëndschaftlech verbonnen. 1924 trëtt de Krauss d'Successioun vum Ernst Lert un de Städtische Bühnen Frankfurt am Main un; hie gëtt Intendant. Mä 1929 geet et erëm op Wien; do gëtt hie Musikdirektor. 1935 ass en zu Berlin an der selwechter Funktioun. 1937 gëtt hien zu München Generalmusikdirektor.

Nom Krich kritt e bis 1947 wéinst senger Astellung géintiwwer den Nazie verbueden ze dirigéieren. Duerno reorganiséiert hien de Mozarteum zu Salzburg komplett nei a gëtt Coursen op der Wiener Musikhochschule bis 1951, ier en zréck op Wien geet.

D'Traditioun vun den Neujahrskonzerte gouf 1939 zu Wien vum Krauss agefouert. Mat Ausnam vun 1946 an 1947 huet hie se dirigéiert bis zu sengem Liewensenn.




#Article 150: Pierre Dupong (221 words)


De Pierre Dupong, gebuer den 1. November 1885 zu Heeschdref a gestuerwen den 23. Dezember 1953 an der Stad, war e lëtzebuergesche Politiker.

De Pierre Dupong war 1914 ee vun de Grënnungsmembere vun der Rietspartei. 1915 gouf en an d'Chamber gewielt. Vun 1926 bis 1937 war hie Generaldirekter am Finanzministère (Finanzminister), tëscht 1936 an 1937 zousätzlech Minister fir Sozialversécherung an Aarbecht.

Vum 5. November 1937 bis zu sengem Doud, den 23. Dezember 1953, war hie Staatsminister a Regierungschef. Weider Portefeuillen, déi e betreit hat, waren d'Finanzen an zäitweileg d'Arméi, d'Landwirtschaft, d'Aarbecht a Soziales.

Seng Regierunge ware bis 1947 Grouss Koalitiounen tëscht der Rietspartei an de Sozialisten, zum Deel och, 1937-1938 zousätzlech mat de Liberalen, a vun 1945-1947 d'Regierung vun der Nationaler Unioun an där véier Parteie vertruede waren.

Hien ass Premier an der Exilregierung, vun 1940 bis 1944 bliwwen, an och nom Krich an der Regierung vun der Nationaler Unioun. 1947 goungen d'Sozialisten an d'Oppositioun; d'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei an de Groupement démocratique hunn d'Ministere gestallt. 1951 hunn d'Sozialisten déi Liberal nees ofgeléist.

De Pierre Dupong ass am Alter vun 68 Joer an der Stad verscheet. Hie war de Papp vum Politiker Jean Dupong.

Fir un den Dupong z'erënnere sinn zu Lëtzebuerg eng Rei Stroossen no him benannt: zu Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Heeschdref, Keespelt, an der Stad, zu Schëffleng an zu Zolwer.




#Article 151: Hugo Gernsback (188 words)


Den Hugo Gernsback gebuer de 16. August 1884 um Plateau Bourbon am Garer Quartier vun der Stad als Hugo Gernsbacher; a gestuerwen den 19. August 1967 zu New York, war en Erfinder, Schrëftsteller an Editeur. Hie gëllt als Papp vum moderne Science-fiction-Roman.

Nodeem den Hugo Gernsbacher tëscht 1900 an 1903 zu Bingen fir Ingenieur geléiert hat, huet hie sech 1904, mat 100 US-Dollar an der Täsch, op de Wee an Amerika gemaach, fir do eng nei Zort Batterie, déi e grad erfonnt hat, ze kommerzialiséieren, wat him och gelongen ass. Déi Joren drop huet hie sech mat dem nach neie Phenomeen vun de Radiowelle beschäftegt. Hien huet en Apparat erfonnt, dee Funksignaler konnt empfänken an ausstralen, an doruechter Clibb vu Radios-Amateure gegrënnt.

Hien huet seng lëtzebuergesch Originnen net vergiess: a senge Geschichten dauche reegelméisseg Leit op, déi als Familljennimm en Numm vu lëtzebuergeschen Uertschaften oder Flëss droen.

Den Hugo Gernsback war dräimol bestuet: Fir d'éischt mat der Rose Harvey (1906), du mat der Dorothy Kantrowitz (1921), an zu gudder Lescht mat der Mary Hancher (1951).

Bis zu sengem Doud, 1967 zu New York, hat en 80 Patenter ugemellt.




#Article 152: Germaine Damar (343 words)


DGermaine Damar, gebuer den 31. August 1929 zu Péiteng als Germaine Haeck, ass eng lëtzebuergesch Filmschauspillerin. Eng Zäitchen huet si och de Kënschtlernumm Ria Poncelet ugeholl. No hirem Bestietnes huet se och den Numm vun hirem Mann gedroen (Germaine Haeck-Toporow). 

Am Turnveräin vun Nidderkuer huet d'Germaine Haeck hir éischt Schrëtt fir hir spéider Carrière geléiert. Wéi d'Nazien den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg besat hunn, ass d'Famill Haeck a Frankräich geflücht. Si sinn zu Paräis bei Famill ënnerkomm.

Do huet d'Germaine Damar hiert kënschtlerescht Talent weiderentwéckelt. Mat hirer Schwëster Geny an hirem fréieren Turnléiermeeschter Atilio Bariviera ass si als Trio Delux zu Paräis opgetrueden. No an no gouf hir Akrobatiksnummer bekannt a si sinn am Alhambra an am Bobino opgetrueden.

Nieft der Akrobatik huet d'Germaine Damar zu Paräis och nach Ballet geléiert.

Nom Krich ass si mat hirer Schwëster Sylvie an där hirem Mann als Trio Vialine opgetrueden, ënner anerem zu Kairo virum Kinnek Faruk. Zu Kairo huet si d'Sängerin a Schauspillerin Zarah Leander kennegeléiert. Duerch d'Zarah Leander konnt d'Germaine Damar den 10. Mee 1952 Proufopnahme fir den Herzog Filmverleih maachen.

Am selwechte Joer huet si hiren éischte Film gedréint. Si krut direkt d'Haaptroll am Revuefilm Tanzende Sterne.

Fir de Film huet si hiren Numm Germaine Haeck a Germaine Damar emgeännert. Si gouf am Ufank als franséisch Dänzerin virgestallt bis Journalisten erausfonnt haten, datt si Lëtzebuergerin wier.

D'Germaine Damar ass an hire Filmer besonnesch als Dänzerin opgefall a si huet bal nëmmen a Revuen an a Gesangsfilmer matgespillt.

Mam Willy Birgel huet d'Germaine Damar och an engem Theaterstéck matgespillt.

Duerch de Film Die Beine von Dolores gouf si an Argentinie sou bekannt, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eege Fernseeshow hat.

Bis 1961 huet d'Germaine Damar ee Film nom anere gedréint. Dunn huet si hire spéidere Mann, de Roman G. Toporow, kennegeléiert an huet 1964 no engem leschte Film a Spuenien de Schauspillerberuff opginn.

Zanter dem Doud vun hirem Mann 1994, lieft d'Germaine Damar mat hirem Jong, dem Roman M. Toporow (gebuer am November 1966), zu Fort Lauderdale a Florida (USA).




#Article 153: Éislek (1146 words)


DÉislek ass den nërdlechen Deel vu Lëtzebuerg.

Et ass de lëtzebuergeschen Numm vun der geologescher Formatioun, déi Rhäinesche Schifer genannt gëtt, an déi sech vu Frankräich duerch d'Belsch a Lëtzebuerg bis eriwwer an Däitschland zitt.

A Frankräich heescht se Ardennes, an der Belsch Ardenne (an der Eenzuel), an Däitschland Eifel. Schnee-Eifel oder Schneifel bezeechent an Ostbelgien an an Däitschland déi héchst Deeler vun der Eifel. De Grenzraum zu eisem Éislek heescht an Däitschland Islek an am südlechen Deel vun Ostbelgien Eeslek. Den Numm Öslingen soll nom Historiker Nik Welter vum kelteschen Osninga kommen, wat Biergzuch bedeite géif. D'Ardenne huet der keltescher Gëttin Arduinna hiren Numm ginn: d'Wuerzel ard an der keltescher Sprooch, awer och an aneren indoeuropäesche Sproochen (Latäin, z. B. ), bedeit héich, schwéier ze erklammen.

Als den nërdlechen Drëttel vu Lëtzebuerg a mat enger Gesamtfläch vun ongeféier 828 km², grenzt d'Éislek südlech op enger imaginärer Linn, déi ënner Pärel am Weste bis ënner Veianen am Oste verleeft, un d'Guttland. D'Éislek läit op enger Héicht vun tëscht 400 a 500 m an der Moyenne an d'Éisleker Landschaft ass vun enger Héichflächelandschaft mat wellefërmegen Hiwwelen an déif ageschniddene Flossdäller markéiert, déi liicht no Süden offält. Op Kneiff an d'Buergplaz zu Huldang am Norde vum Éislek si mat ëm 560 m déi zwou héchste Koppen aus dem Grand-Duché. Mam Stauséi Uewersauer am Naturpark Uewersauer a mam Barrage vu Veianen am Naturpark Our zielt d'Éislek zwee vun de gréisste lëtzebuergesche Stéigewässer.

Am Norden ass d'Éislek gepräägt vun engem wäitem, nëmme liicht hiwwelegen Héichplateau, op deem nërdwestlech flaach Däller zu Suppen a Moueren tendéieren. No Süden hi ginn déi landwirtschaftlech Héichflächen duerch enk an dacks mat Wise bewuesse Flossdäller vun Uewersauer, Our, Wolz, Klierf a Blees duerchschnidden. Dës mat Bësch bewuessen Dallpente setze sech gréisstendeels am mëttleren a südlechen Deel vum Éislek aus Louhecken zesummen. Heibäi handelt et sech ëm Eechen, déi virun ongeféier 300 Joer ugeplanzt goufen an eng grouss wirtschaftlech Bedeitung fir d'Regioun haten. Hir Schuele sinn zum Gierwe vu Lieder an den Éisleker implantéierte Gierwereie benotzt ginn. Si dominéieren haut zesumme mat de Fiichtemonokulturen, déi verstäerkt nom 2. Weltkrich ugeplanzt goufen, d'Regioun an hunn déi ursprénglech Bichebëscher gréisstendeels remplacéiert.

Nieft de sëllege Bauerendierfer am dënn bewunnten Éislek, sinn Esch-Sauer, Klierf, Veianen a Wolz nëmmen e puer vun de mëttelalterlechen Uertschaften, wou op Hiwwelkoppen oder Fielshäng Schlässer a Buerge stinn.

D'Éislek besteet aus methamorphem Gestengs, dat ursprénglech aus der Zäit vum Ënneschten Devon (Siegenien a Emsium) staamt. Deemools war d'Regioun vun engem risegen, flaache Mier bedeckt, an deem sech an der Éisleker Géigend haaptsächlech Sedimenter vun Toun a Sand ofgelagert a sech iwwer d'Zäit verfestegt hunn. D'Entwécklung vun der haiteger Landschaft huet am Ënneschte Karbon virun zirka 330 Millioune Joer mat der variskescher Faltung vum devonesche Gestengs ugefaangen. Déi gefaalte Steng goufen zum Rhäinesche Schifergebirge eraus gehuewen an iewescht Schichten nees relativ séier duerch Erosioun ofgedroen, ier am Tertiär virun zirka 50 Millioune Joer sech d'Landschaft nees lues gehuewen huet an d'Flëss sech an d'Gestengs agedéift hunn. Duerch enormen Drock an Hëtzt, déi duerch d'Faltung entstane sinn, ass vill d'devonesch Gestengs an aner Gestengs ëmgewandelt ginn. Am Éislek waren dëst virun allem Schiferen a Quarziter.

De geologeschen Ënnergrond am Éislek besteet nërdwestlech an am südlechen Drëttel aus Gestengs aus dem Siegenien. Do tëscht leie Schichten aus dem Emsium. Déi eelst Steng (Ënneschten a Mëttlere Siegenien) bestinn aus Quarzophylladen, quarzeg Sandsteng a sandeg kompakt Schiferen a kommen nëmme laanscht d'belsch Grenz am Nordweste vum Éislek vir. Den Ieweschte Siegenien ëmfaasst haaptsächlech Graffschifere mat seelene Bänke vun tounegem Sandsteen. Liicht spléckbar Tounschifere kommen an der Géigend ëm Maartel vir, déi do als Leeë laang Zäit ofgebaut goufen.

D'Schifere vu Stolzebuerg (Schifer mat gudder Schichtung, Quarzophylladen a seelene Bänke vu Quarzsandsteen) an de Quarzophyllade vu Schüttbuerg, déi zousätzlech nach Quarzsandsteen enthalen, stamen aus dem Ënneschten Emsium. De Mëttleren Emsium ëmfaasst déi faarweg Klierfer Schiferen. Si bestinn aus grénglechgroen, groen oder wäiroude Schiferen a Sandsteen. Dat jéngst Éisleker Gestengs läit an der Wëlzer Kaul, déi vun der belscher Grenz bei Harel nërdëstlech an enger Sträif queesch duerch d'Éislek op déi däitsch Grenz bei Rouderssen ausleeft. De Kär vun dëser Kaul forméieren déi mëll touneg-sandeg, donkelblo a fossilräich Wëlzer Schiferen aus dem Ieweschten Emsium. Si ginn ëmrand vun enger dënner Sträif vum Quarzit vu Bärel (Hasselter), dee mat engem Quarz-Gehalt vu 95-98 % dat häertste Gestengs aus Lëtzebuerg ass. Gréisser Carrièren ëm Bärel an Op Freng tëscht Pënsch a Buckels hunn dat Gestengs exploitéiert.

D'Éisleker Steng zerfalen zu nierstoffaarmen, stengeg-leemege Biedem, deenen et virun allem u Phosphor a Kallek feelt. Eréischt d'Industrialiséierung am Süde vum Land huet den Akerbau am Éislek staark verbessert. Déi räich u Phosphor Thomasschlak, en Nieweprodukt aus de Schmelzen, konnt reng gemuel als Düngemëttel benotzt ginn.

Wéi och d'Guttland, gehéiert d'Éislek zu engem vum Atlantik beaflosste geméissegte Klima. Allerdéngs ass d'Klima e bësselche méi rau a méi fiicht wéi am Guttland. Déi mëttels Jorestemperature leie bei 7-8,5 °C. Si erklären déi grouss Zuel vu Fraschtdeeg am Joer (iwwer 100) an am Wanter déi méi laang Schnéiperiod, déi bis an de Mäerz dauere kann. Nëmmen am Kiischpelt an am südlechen Ourdall sinn d'Duerchschnëttstemperature bësselche méi mëll a leien tëscht 8,5 an 9 °C. Déi duerchschnëttlech Temperature vu Mee bis September leien op den Héichplateaue bei 13-14 °C an an de Flossdäller bei 14-15 °C. Domat ass d'Vegetatiounsperiod mat 150 Deeg, wou Temperaturen iwwer 10 °C leien, ganz kuerz. Typesch fir d'Éislek sinn och déi erhéichten Nidderschléi. Si leien tëscht 850 an iwwer 1000 mm pro Joer, wouvun zirka 400 mm am Summer falen. Den Norden an Nordweste kréien an der Reegel bësselche méi Ree mat.

Zanter der erneierter Christianiséierung vun eiser Géigend (am fréie Mëttelalter) bis zur Franséischer Revolutioun ass d'Grenz tëschent dem Äerzbistum Tréier an dem Bistum Léck ongeféier do verlaf, wou och d'Grenz tëschent dem Guttland an dem Éislek verleeft. D'Éislek huet deemno zum Bistum Léck gehéiert, an et gëtt eng phantasievoll Erklärung vum Numm Éisleck, déi sech op [Dioc-]èse Léck berifft.

Bedéngt duerch d'mannerwäerteg Qualitéit vum Buedem ass d'Éislek ganz laang méi aarm bliwwe, wéi d'Guttland. Dat huet sech eréischt mat der Industrialiséierung am Süde vum Land geännert: engersäits si vill Éisleker, déi duerch Mechaniséierung vun der Landwirtschaft net méi um Land gebraucht goufen, entweder ausgewandert oder, vun ~1900 un, an d'Minettsgéigend als Industrieaarbechter schaffe gaangen, anerersäits huet d'Stolindustrie een Nieweprodukt hierginn, d'Thomasmiel, deen als Dünger konnt agesat ginn. 
Laang gouf et nërdlech vun Ettelbréck quasi keng fest Stroossen, sou datt d'Éislek zimmlech isoléiert bliwwen ass, besonnesch am Wanter, wann d'Weeër voller Schnéi oder Bulli waren. A vill Dierfer hunn eréischt tëschent de Weltkricher Zougank zu fléissendem Waasser kritt, wéi Honnerte vu Kilometere vu Waasserleitunge geluecht goufen.
 
Wärend dem Zweete Weltkrich ass d'Éislek net verschount bliwwen. Besonnesch an der Ardennenoffensiv am kale Wanter mat vill Schnéi am Dezember 1944 an am Januar 1945 huet d'Regioun schwéier Kämpf missen erleiden. De Krichsschued war grouss an d'Verloschter héich.




#Article 154: Richard Avedon (176 words)


De Richard Avedon gebuer de 15. Mee 1923 zu New York City, a gestuerwen den 1. Oktober 2004, war en US-amerikanesche Fotograf a Portraitist. Hie gëtt nieft dem Irving Penn als ee vun de gréissten zäigenësseschen amerikanesche Fotografe betruecht.

Den Avedon kënnt als Bouf vun engem Moudegeschäftsbesëtzer (Damemouden) op d'Welt. Hie studéiert op der Columbia University, an et ass an der Zäit vu sengem Militärdengscht bei der Marine wéi hien ugefaangen huet sech fir d'Fotografie z'intresséieren.

De Richard Avedon ass den 1. Oktober 2004 an Texas un enger Gehierbluddung am Alter vun 81 Joer gestuerwen.

Vum Mäerz 1979 bis den October 1984 schafft den Avedon un engem neie Projet. Fir den Amon Carter Museum of Western Art vu Fort-Worth (Texas) reest hie mat zwéin Assistenten duerch 17 US-Staate fir Portraiten ze maachen. Mat enger aler Daedorff-Kummerkamera vun 8x10 Zoll fotograféiert hien iwwer 750 Mënschen. Als Hannergrond hëlt e wäisse Pabeier, dräi Meter héich an 2,50 m an der Breet. Hie stellt sech net hanner den Apparat, mä niewendrun. D'Objektiv ass annerhallwe Meter vun de Leit ewech.




#Article 155: Edmond de la Fontaine (568 words)


De Lucien-Irvin-Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, gebuer de 24. Juli 1823 op N° 498 um Marché aux Grains dem haitege Knuedler an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 24. Juni 1891 zu Veianen, war Jurist an Auteur vu lëtzebuergesche Kaméidistécker, Gedichter a Lidder, an och verschiddene Fuerschungsaarbechten.

Hie war de Brudder vum Alphonse de la Fontaine a vum Léon de la Fontaine.

De Lucien-Irvin-Edmond de la Fontaine war den drëtte Jong vum Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine an der Joséphine Francq. 1841 gëtt dem Dicks säi Papp vum Kinnek Wëllem II. vun Holland zum Gouverneur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ernannt.

Nodeem den Dicks 1844 seng Première am Kolléisch gepackt huet, geet hien op d'Universitéit vu Léck an 1846 op déi vun Heidelberg studéieren. Am Juli 1847 verléisst en d'Uni. Nodeem hien 1850 den Eed als Affekot geleescht hat, gëtt hien den 30. November 1852 zum zweeten Ergänzungsriichter um Friddensgeriicht an der Stad ernannt an den 21. Abrëll 1853 zum éischten. Den 29. Mee 1857 gouf hien zum Sekretär a Büroschef vun der Lëtzebuerger Delegatioun bei der Eisebunnsgesellschaft Guillaume-Luxembourg ernannt an dat selwecht Joer gouf en och korrespondéierende Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

Zu Réimech hat hien am Dezember 1858, Op der Glashëtt do wou haut dCaves Saint-Remy sinn, ouni Succès, eng Wiewerei opgemaach. Déi gouf 1873 versteet a gouf duerno als Holzlager vun de Bridder Weidenhaupt gebraucht.

Den 20. Dezember 1858 huet hie sech mat senger rechter Kusinn Jeanne-Pauline-Élise Dutreux (1828-1907) bestuet. Si war d'Duechter vum Dokter Damien Dutreux (1795-1835) a senger Fra Catherine-J.-Eugénie de la Fontaine (1795-1862), wat sengem Papp seng Sëschter war.

Vun 1867 bis 1870 war den Dicks Buergermeeschter vu Stadbriedemes. Do huet hie mat senger Fra Elise, am Schlass gewunnt.

De 5. Januar 1881 gëtt hien zum Friddensriichter vum Kanton Veianen ernannt. Hien huet bis zu sengem Doud 1891 zu Veianen gewunnt. Zwee Joer méi spéit gi seng stierflech Iwwerreschter op Stadbriedemes an d'Familljegraf iwwerfouert.

Den Dicks war 1,68 Meter grouss, hat rout Hoer, e roude Baart, blo Aen a blond Aperen. Hie war kierperlech mockeleg an huet gehippt, dat nodeem hien als klenge Bouf d'Riedele krut an doropshin um lénkse Been geläämt war.

Obschonn hien aus enger aristokratescher Famill gestaamt huet, war hien ëmmer no beim normale Vollek. Nieft senger Léift fir d'Musek, d'Poesie an der lëtzebuergescher Kulturgeschicht, hat och de Phenomeen vum Perpetuum Mobile him et ugedoen. Hien hat sech och eng eegen Nätzanlag, mat Waasser aus enger Nopeschbaach, fir säi Gaart gebastelt.

Den Dicks hat zwéi Jongen, den Alfred (*15. Abrëll 1863) an den Adrien (*22. Januar 1873), an e Meedchen, d'Eugénie (*25. August 1865).

Am Ganzen huet den Dicks tëscht 1848 an 1885 eng 60 Gedichter geschriwwen, nieft dem Vulleparlament ass De Wëllefchen an de Fiisschen (original: De Wellefchen an de Fîschen) wuel am bekanntsten.

Et ass vill doriwwer gerätselt ginn, wou dem Edmond de la Fontaine säi Pseudonym Dicks hierkënnt.

Wéi den Dicks, dee wéinst enger Krankheet am Kandsalter kromm a gebéckt goung, als Friddensriichter op Veianen koum, haten déi Veiner Spottvullen déi sougenannt Kuantessen him séier en Numm verpasst, dGebrachent Rad, well e beim Goen e Been am Krees no bausse geschwenkt huet.

Wéi en an den éischte Deeg eng Kéier duerch Veianen goung souzen e puer Kommäre virun der Dier an eng sot: Oh, wat e Krommen ass dat. Den Dicks deen dat matkritt hat huet geäntwert: Gelt, an dee kënnt Iech riichten.




#Article 156: Michel Lentz (439 words)


De Michel Lentz, gebuer den 21. Mee 1820 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 7. September 1893, war e Lëtzebuerger Schrëftsteller, deen als Nationaldichter bezeechent gëtt. Hien huet virun allem Gedichter geschriwwen, dorënner den Text vum lëtzebuergeschen Nationallidd Ons Heemecht. Vu Beruff war hie Staatsbeamten.

De Michel Lentz, de Jong vum Bäckermeeschter Jean-Pierre Lentz a senger Fra Marguerite Spresser koum an der Chimaysgaass den 21. Mee 1820 Mëttes e Véirel op eng op d'Welt. Ëm 1820 hat säi Papp um Eck Chimaysstrooss - Ënneschtgaass dat Haus kaaft. Kuerz drop huet hien nach e klengt Haus an der Ënneschtgaass kaaft, fir do seng Bäckerei ze féieren.

No senger Primärschoul ass de Michel Lentz an de Kolléisch gaangen, wou hien 1840 säi Premièresdiplom krut. No engem Joer Philologie an der Bréisseler Université Libre ass hien Enn 1842 an d'Sekretariat vun der Regierung ernannt ginn. Den 10. September 1851, de Lentz war do scho Commis de Première Classe, huet hie sech mat der Jeanne Reuter bestuet, dem Meedche vun engem pensionéierte Schoulmeeschter aus der Stad. Si haten dräi Kanner: d'Mathild, d'Elise an de Pierre-Mathis-Edmond, deen 1899 gestuerwen ass.

Berufflech ass et weider eropgaangen. 1857 war de Michel Lentz Ënnerbürochef, 1869 scho Bürochef a Conseiller an der Rechnungskummer, eng Plaz, déi hie bis zu senger Pensioun 1892 hat. De 7. September 1893 ass de Lentz, deen zu där Zäit bal blann war, gestuerwen.

Den Nationaldichter krut den 10. September e Staatsbegriefnes, an de Staatsminister Paul Eyschen huet d'Läicheried gehalen. De Michel Lentz ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Nom Doud vum Edmond de la Fontaine hu Frënn Sue gesammelt fir him e Monument opzeriichten. Kuerz drop koum et zu engem Comité, deen och dem Michel Lentz wollt en Denkmal setzen. Op Drock vum Staatsminister Eyschen, dee sech nach un dem Dicks säi Fulleparlament am Gréngewald erënnert huet, an deem dem Eyschen säin däitschfrëndleche Papp als ale Kueb presentéiert gouf, koum et dann zu engem Kompromëss, an de Staatsminister huet net bräichten e Monument anzeweien, dat just fir den Dicks eleng gewiescht wier.

D'Dicks-Lentz-Monument steet um Square Jan Pallach nieft der Plëss d'Arem an der Stad Lëtzebuerg.

De Michel Lentz war e gliddege Patriot, wat aus alle senger Gedichter däitlech ervirgeet. Säin éischt Gedicht huet hie mat siwwenzéng Joer geschriwwen. Eng éischt Sammlung vu senge Gedichter koum 1873 ënner dem Titel Spâss an Ierscht eraus. Véierzéng Joer duerno waren et dHierschtblummen. En drëtte Band Wantergrëng gouf ni gedréckt. Vill vu senge Gedichter goufe vertount, deels vun him selwer a vu sengem Fils Edmond, mä och vun aner Komponisten: Dicks, Jean Antoine Zinnen, Laurent Menager, J. A. Müller, Gustave Kahnt an Albert Thorn.Quell: 




#Article 157: Nationalhymn (170 words)


Eng Nationalhymn ass e Musekstéck, dat d'Staats- und Nationalgefill vun engem Land ausdrécke soll. Si gëtt meeschtens bei feierlechen Uläss gespillt, wéi zum Beispill bei engem Staatsempfang, ma och bei der Éierung vun Gewënner vu sportlechen Evenementer wéi zum Beispill bei den Olympesche Spiller.

Déi meescht Länner hunn zanter dem Ufank vum 19. Joerhonnert sou eng Nationalhymn entwéckelt, an déi meescht dovun hunn souwuel eng Melodie wéi och en Text, ma et gëtt der och, déi ouni Text gespillt ginn.

Et gëtt verschidde Bräich, wann d'Nationalhymn erkléngt, ma fir gewéinlech stinn d'Leit dobäi op. Munnechmol gëtt d'Nationalhymn och matgesong.

Wann de Gesellschaftssystem geännert gëtt, da wiesselt dacks och d'Nationalhymn.

E puer Staaten hu méi national Hymnen, woubei zwar nëmmen eng déi offiziell Nationalhymn ass, ma déi aner an der Ëffentlechkeet déi selwecht staark Symbolkraft hunn an zum Deel och bei offiziellen Uläss gespillt ginn. E Beispill dofir ass Groussbritannien, wou sech nieft der Nationalhymn God save the Queen och d'Hymnen Rule Britannia an Land of Hope and Glory etabléiert hunn.




#Article 158: The Star-Spangled Banner (398 words)


 
The Star-Spangled Banner ass zanter dem 3. Mäerz 1931 déi offiziell Nationalhymn vun den USA. Den Text gouf 1814 vum Francis Scott Key geschriwwen. D'Musek staammt aus engem populären engleschen Drénklidd ëm d'Joer 1800 vum John Stafford Smith (To Anacreon in Heaven).

Zimmlech spektakulär war den Optrëtt vum Jimi Hendrix 1969 zu Woodstock, bei deem en déi amerikanesch Nationalhymn mat verzerrten Téin op senger Gittar gespillt huet a géint de bluddege Krich am Vietnam protestéiert huet.

Bei offiziellen Uläss gëtt fir gewéinlech nëmmen déi éischt Strof gesongen.

O say, can you see, by the dawn's early light, 
What so proudly we hailed at the twilight's last gleaming? 
Whose broad stripes and bright stars, through the perilous fight,
O'er the ramparts we watched, were so gallantly streaming! 
And the rockets' red glare, the bombs bursting in air, 
Gave proof through the night that our flag was still there: 
O say, does that star-spangled banner yet wave 
O'er the land of the free and the home of the brave?

On the shore, dimly seen through the mists of the deep, 
Where the foe's haughty host in dread silence reposes, 
What is that which the breeze, o'er the towering steep, 
As it fitfully blows, now conceals, now discloses? 
Now it catches the gleam of the morning's first beam, 
In full glory reflected now shines on the stream: 
'Tis the star-spangled banner! O long may it wave 
O'er the land of the free and the home of the brave!

And where is that band who so vauntingly swore 
That the havoc of war and the battle's confusion 
A home and a country should leave us no more? 
Their blood has washed out their foul footsteps' pollution. 
No refuge could save the hireling and slave 
From the terror of flight, or the gloom of the grave: 
And the star-spangled banner in triumph doth wave 
O'er the land of the free and the home of the brave!

Oh! thus be it ever, when freemen shall stand 
Between their loved homes and the war's desolation! 
Blest with victory and peace, may the Heaven-rescued land 
Praise the Power that hath made and preserved us a nation. 
Then conquer we must, for our cause it is just, 
And this be our motto: In God is our trust. 
And the star-spangled banner in triumph shall wave 
O'er the land of the free and the home of the brave!




#Article 159: Janet Leigh (164 words)


DJanet Leigh, gebuer de 6. Juli 1927 als Jeanette Helen Morrison zu Merced a Kalifornien, a gestuerwen den 3. Oktober 2004 zu Beverly Hills, war eng US-amerikanesch Schauspillerin. Si huet an 63 Kino- an Tëleesfilmer matgespillt.

D'Janet war eenzegt Kand vun engem Assurancenagent an Immobilienhändler. Si war véiermol bestuet: 1942 mam John Carlyle (annuléiert), mam Stanley Reames (1946-1948), 1951 mam Tony Curtis, vun deem se 1962 gescheet gouf; dann 1962 mam Robert Brandt bis zu hirem Doud. Si ass d'Mamm vun der Jamie Lee Curtis an der Kelly Curtis, zwou Filmschauspillerinnen.

Hir bekanntst Roll huet nëmme 45 Minutte gedauert, do war se schonn an der Dusch erstach: Dat war am Alfred Hitchcock sengem Psycho vun 1960. Si gouf nominéiert fir en Oscar a krut e Golden Globe. Duerno koum 1962 The Manchurian Candidate vum John Frankenheimer, e Film, deen nom Mord um President John Fitzgerald Kennedy direkt aus dem Verkéier gezu gouf, well d'Thema Gehierwäsch un US-amerikaneschen Zaldoten am Koreakrich, vill ze kriddeleg war.




#Article 160: Geographie vu Lëtzebuerg (267 words)


Lëtzebuerg läit a Westeuropa tëscht der Belsch, Frankräich an Däitschland. Et huet eng Fläch vun 2.586 km².

Déi gréisst Distanz vun Norden no Süden (Huldang-Rëmeleng) ass 82 km, vu Westen no Oste sinn et der maximal 57 km (Pärel-Rouspert).

D'Grenze mat den Nopeschlänner hunn en Total vun 356 km. Dovu sinn:

De Grenzverlaf tëscht Lëtzebuerg a Frankräich geet zréck op den Traité vu Courtrai vum 28. Mäerz 1820. D'Grenz mat der Belsch gouf duerch eng Konventioun festgehalen, déi de 7. August 1843 zu Maastricht ënnerschriwwe gouf.

D'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland gouf de 26. Juni 1816 an engem Traité zu Oochen festgehalen. Op Grond vun engem neie Vermoosse vun der Grenz, gouf den Traité den 19. Dezember 1984 geännert an duerch e Gesetz vum 27. Mee 1988 confirméiert. D'Grenz mat Däitschland huet d'Eegenaart, datt se bei de Waasserleef e Kondominium ass, d. h. datt d'Our, d'Sauer an d'Musel ëmmer op hirer ganzer Breet zu den zwee Länner gehéieren.

D'Land deelt sech an zwou geographesch Regiounen:

An der Gemeng Ëlwen läit déi héchst Plaz, Op Kneiff bei Wilwerdang mat 560 Meter an déi zweethéchst, d'Buergplaz zu Huldang mat 558,35 Meter. Den déifste Punkt ass do, wou d'Sauer an d'Musel leeft: op der Spatz zu Waasserbëlleg, op 130 m (NG-L). D'Stad Lëtzebuerg, méi genee d'Plëss d'Arem, läit op enger Héicht vu 304 Meter.

Déi geographesch Extremitéiten vum Land sinn:

Ausser der Kuer, mat hiren Niewebaachen, der Rouerbaach, der Mierbaach an der Maragole, am Süde vum Land, an der Fooschtbaach am Éislek, déi an d'Meuse lafen (2 %), gehéieren all d'Waasserleef zu Lëtzebuerg zum Baseng vun der Musel (98 %).




#Article 161: Agnostizismus (107 words)


De Begrëff Agnostizismus (v. griich.: a-gnoein - net wëssen) gëtt mat zwou verschiddene Bedeitungen associéiert. Éischtens bezeechent dee Begrëff déi philosophesch an theologesch Usicht, datt d'Existenz oder d'Net-Existenz vun engem Gott (respektiv Gëtter) entweder onbekannt oder grondsätzlech net erkennbar ass. An anere Wieder, d'Existenz vun engem oder méi Gëtter ass weder beweisbar, nach ze widderleeën. Dowéinst refuséieren d'Agnostiker, sech kloer zum Glawen un d'Existenz vun engem Gott ze bekennen. Mä am Géigesaz zum Atheismus schléisst den Agnostizismus d'Méiglechkeet, datt et awer e Gott kéint ginn, net aus.

Zweetens bezeechent de Begrëff Agnostizismus erkenntnestheoretesch Léieren, déi d'Erkennbarkeet vun der Welt am grousse Ganzen oder a wichtege Beräicher bezweifelen.




#Article 162: Viviane Reding (247 words)


DViviane Reding gebuer de 27. Abrëll 1951 zu Esch-Uelzecht ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).

No hirem Studium op der Sorbonne, zu Paräis, dat se mat engem Doktorat ofgeschloss hat, huet d'Viviane Reding vun 1978 bis 1999 als Journalistin an Editorialistin beim Wort geschafft. Tëscht 1986 an 1998 war si Presidentin vun der Union luxembourgeoise des Journalistes.

An hirer Partei, der CSV, war si 1995 bis 1999 Vizepresidentin, a vun 1988-1993 war se Nationalpresidentin vun de Chrëschtlech-soziale Fraen.

Vun 1999 bis 2014 war d'Viviane Reding Member vun der Europäescher Kommissioun. Ënner der Presidence vum Romano Prodi, 1999-2004, war si zoustänneg fir Erzéiung, Kultur, Jugend, Medien a Sport. 2004 gouf s'an der Kommissioun vum José Manuel Barroso responsabel fir d'Dossieren Informatiounsgesellschaft a Medien. 2009 huet de José Manuel Barroso si zur Vizepresidentin vun der Kommissioun Barroso II gemaach, responsabel fir Justiz, Mënschen- a Biergerrechter.

Am November 2014 gouf bekannt, datt d'Viviane Reding, wéi d'Reegelen et virgesinn, bei der Kommissioun ugefrot hat, fir däerfen e Posten am Kuratorium vun der Bertelsmann-Stiftung an am Conseil d'administration vum Minnen- a Metallkonzern Nyrstar unzehuelen, a gréng Luucht dofir krut. Am Januar 2015 krut si vun der Kommissioun och den Accord fir Member am Opsiichtsrot vun Agfa-Gevaert ze ginn. Den 12. Mee 2015 gouf si duer opgeholl.

Am September 2018 huet si hiert Mandat am Europaparlament néiergeluecht, fir bei de an Chamberwale vum 14. Oktober 2018 op der Zentrumslëscht vun der CSV ze kandidéieren. Si gouf an d'Chamber gewielt.

D'Viviane Reding huet 3 Kanner.




#Article 163: Europäesch Kommissioun (486 words)


 DEuropäesch Kommissioun, dacks kuerz EU-Kommissioun, ass d'Exekutivorgan ënner den Europäeschen Institutiounen.

Se huet eng véierfach Roll: Fir d'éischt emol ass et si, déi europäesch Rechtsvirschrëften, (déi sougenannt Reglementer an Direktiven) ausschafft an dem Europäesche Parlament a Conseil virleet, datt déi sollen driwwer ofstëmmen. Dëst nennt een Initiativrecht. D'Europäesch Traitéë leeë fest, a wat fir Beräicher d'Kommissioun iwwerhaapt Virschléi maache kann: Dës si virun allem Transport, Industrie, Soziales, Landwirtschaft, Ëmwelt, Energie, Regionalentwecklung, Handel an Entwécklungshëllef. Dem Subsidiaritéitsprinzip no, kann d'Kommissioun nëmmen dann nei Initiative proposéieren, wann déi um Niveau vun der EU méi effizient sinn, wéi wa se géifen op nationalem, regionalem oder lokalem Plang organiséiert ginn.

Dann ass se dofir verantwortlech, datt déi sëllegen EU-Aktivitéiten ausgefouert ginn, a s'iwwerwaacht d'Gestioun vum EU-Budget. A verschiddene Beräicher, wéi z. B. der Konkurrenz, hunn d'Memberstaate si zu enger Zort Arbitter gemaach: si ka Strofe bei Karteller verhänken, Fusiounen oder staatlech Hëllefen un Entreprisë verbidden.

Schliisslech passt s'op, datt d'Europäesch Traitéen a Rechtsvirschrëften agehale ginn. Dat gëtt hir d'Méiglechkeet, eng Plainte géint e Memberstaat virum Europäesche Geriichtshaff ze maachen, wann dee sech net un déi Reegelen, déi e mat vereinbart huet, hält.

Och vertrëtt d'Kommissioun, virun allem am Beräich Handel an Zesummenaarbecht, op weltwäitem Plang d'EU an hir Memberstaaten, an handelt an hirem Numm international Accorden aus.

D'Europäesch Kommissioun besteet zanter dem Juli 2013 aus 28 Memberen, 1 pro EU-Memberstaat. Dat nennt een heiansdo och de Collège vun der Kommissioun. Si hëlt hir Decisioune mat enger Majoritéit vun hire Memberen (et mussen der deemno op d'mannst 13 (vun 2007 un: 14) zoustëmmen).

Ënnerstëtzt an hirer Aarbecht ginn dës Fraen a Männer vun enger 35.000 Beamten an Employéen. Dat kléngt no vill, 't sinn der awer net méi wéi bei enger mëttelgrousser Stad. Déi meescht Mataarbechter schaffen zu Bréissel, eng 2.000 zu Lëtzebuerg. Hiren offizielle Sëtz huet si zu Bréissel am Berlaymont, engem X-fërmege Gebai um Rond-point Schuman. Do donieft sinn hir Administratiounen an enger 60 Gebaier uechtert Bréissel verdeelt. Zu Lëtzebuerg sinn et eng hallef Dose Gebaier, um Kierchbierg an op der Cloche d'or, wou d'Bureaue vun de Kommissiounsservicer ënnerbruecht sinn. Vun 2022 u sollen déi op enger eenzeger Plaz, dem Bâtiment Jean Monnet 2 um Kierchbierg zesummegelucht ginn, dat aus engem Gebai vun 23 Stäck an engem längelzeche mat hirer siwe bestoe soll.

De Kommissiounspresident gëtt vun de Regierunge vun de Memberstaaten ausgesicht a muss vum Europäesche Parlament confirméiert ginn. Déi aner Kommissiounsmembere gi vun hirem Land, am Averständnes mam President, ernannt, a mussen och eng Majoritéit vun den Deputéierten iwwerzeege kënnen. D'Kommissioun gëtt op 5 Joer nominéiert, mä se kann duerch e Mësstrauensvote vum Parlament fréizäiteg heemgeschéckt ginn. De President fir säin Deel huet d'Recht, eenzel Memberen z'entloossen, wann hien et fir néideg fënnt.

D'Kommissioun ass onofhängeg vun de Regierunge vun de Memberstaaten an däerf eleng am Intressi vun der EU als Ganzes handelen.

Zënter November 2014 ass de Collège ënnert der Presidentschaft vum Jean-Claude Juncker am Amt.




#Article 164: Werner-Plang (235 words)


De Werner-Plang ass nom Lëtzebuerger Politiker Pierre Werner genannt.

Op enger Ried op engem Parteikongress vun der däitscher CDU, am Januar 1968, huet de Pierre Werner e Fënnef-Punkte-Plang virgestallt, deen exposéiert, wéi et zu enger Wirtschafts- a Wärungsunioun an Europa kéint kommen. Den Interessi war grouss: Am September 1968 huet e säin Exposé virun de Finanzministere vun der EWG widderholl, an duerno, am Dezember 1969, um Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen zu Den Haag. Dës hunn dann och am Mäerz 1970 e Grupp agesat, mam Werner un der Spëtzt, fir e Plang auszeschaffen, dee soll duerleeën, wéi een etappeweis zu enger europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun sollt kommen.

De Rapport, deen dëse Grupp ausschafft, an deen no sengem President Werner-Plang genannt gëtt, hält fest, datt d'Wirtschaftspolitiken openeen ofgestëmmt gi mussen, datt et néideg ass, gemeinsam Instanzen ze grënne fir Decisiounen ze huelen, datt d'Gouverneure vun den Zentralbanken an engem Comité zesummegefaasst solle ginn, datt d'Variatioune vun de Wiesselcoursen ënnerenee limitéiert musse ginn, an datt en europäesche Fong soll geschaf ginn, fir d'Course wann néideg, ze stäipen.

De Werner-Plang ass zwar gutt ukomm, mä d'Auswierkunge vum Zesummebroch vum Bretton Woods-System 1971 a vun der Pëtrolskris 1973 op déi europäesch Ekonomie hunn dozou gefouert, datt de Plang einstweilen e Plang bliwwen ass.

Eréischt an den 1980er Joren krut d'Iddi vun enger Europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun en neien Ulaf, deen zu der Adoptioun vum Euro 1999 sollt féieren.




#Article 165: Mercury-Programm (580 words)


 

De Mercury-Programm war den éischte bemannte Raumfaartprogramm vun den USA. En huet vun 1958 bis 1963 gedauert an hat als Zil, e Mënsch am Orbit ëm d'Äerd fléien ze loossen. D'Fréiphas gouf vun der National Advisory Committee for Aeronautics (NACA) geplangt an e gouf vun der nei gegrënnter NASA duerchgefouert.

Dem Mercury-Programm goung de Manhigh-Programm vun der US Air Force viraus, bei deem mat Ballonfaarten an d'Stratosphär d'Auswierkung vun der kosmescher Stralung op de Mënsch ënnersicht gouf.

Ufanks Oktober 1958 gouf beschloss, e bemannte Raumfaartprogramm an den USA duerchzeféieren. D'Pläng hate virgesinn, e Raumschëff mat engem Mënsch orbital ëm d'Äerd kreesen ze loossen. An der Fréiphas gouf vun engem bemannte Satellit geschwat.

Fir dee Programm ausféieren ze kënnen, hu misse verschidde Systemer entworf a getest ginn. Sou gouf am Langley Research Center e Programm fir eng voll gesteiert Fallschiermlandung entwéckelt. Mat Hëllef vun der United States Air Force, déi schonn Erfarungen op deem Gebitt hat, goufen d'Rakéiten erausgesicht. Well déi awer nëmme fir militäresch Zwecker gebaut waren, hu se misse weiderentwéckelt ginn. Et huet sech dobäi an éischter Linn ëm d'Atlas- an d'Redstone-Rakéite gehandelt. Un der Redstone war och déi däitsch Grupp ëm de Wernher von Braun bedeelegt.

De 26. November 1958 gouf den Numm Mercury offizielle Projetsnumm.

D'Mercury-Raumkapsel gouf ënner der Leedung vum Maxime Faget vun der NASA entwéckelt. Méi wéi zwanzeg Industrien hate matgeschafft. Den Zouschlag fir de Bau vum Raumschëff krut d'Firma McDonnell Aircraft Corporation.

D'Startmass vun der Kapsel war 1.935 kg, d'Héicht ouni Rettungsrakéit 3,51 m, de gréissten Duerchmiesser war 1,89 m. Bei engem Feelstart konnt d'Raumkapsel duerch eng Rettungsrakéit vun der Rakéit getrennt an a Sécherheet bruecht ginn. D'Rettungsrakéiten hunn ni brauchen agesat ze ginn.

Den Astronaut konnt d'Lag an d'Fluchbunn vun der Kapsel mat der Handsteierung beaflossen, d'Raumkapsel hat awer och eng Arichtung, déi et der Buedemequipe erlaabt huet, d'Raumschëff vollstänneg ze steieren. D'Raumkapsel gouf vun engem Astronaut geflunn.

De Raum an der Kapsel hat e Volume vun 1,7 Kubikmeter an den Astronaut konnt d'Kapsel iwwer 55 Schalteren, 30 Sécherungen a 35 Hiewele bedéngen. Eng wichteg Aufgab beim Neesantrëtt vun der Raumkapsel an d'Atmosphär hat d'Hëtzschëld. Beim Neesantrëtt hu Vitesskräfte vu 4 g op den Astronaut gewierkt. Nom Neesantrëtt gouf d'Kapsel mat Fallschiermer ofgebremst an ass um Mier gelant.

D'NASA hat 20 Raumkapsele bestallt. Zousätzlech goufe weider, net fluchfäeg Modeller fir Versich gebaut.

Mat Hëllef vun der Versuchsrakéit Little Joe, déi schonn disponibel war fir ballistesch Bunnen ze testen, konnten éischt Tester mat dem Raumschëff an der Rettungsrakéit gemaach ginn.

Donieft gouf op Basis vun enger Atlas-Rakéit d'„Big Joe“-System agefouert, mat deem e Raumschëff héich genuch an de Weltraum geschoss konnt ginn, fir de kriteschen Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär ze testen an ze trainéieren.

Den 13. Dezember 1958 gouf de Saimiriaf Gordo op der Spëtzt vun enger Jupiter-C-Rakéit vun der U.S. Army an d'Schwéierlosegkeet geschoss, där hien 8,3 Minutten ausgesat war. De Gordo hat de Start an d'Landung iwwerlieft, war awer am Ozean erdronk wéinst engem mechanesche Feeler vun de Fallschiermfunktiounen mat der Rakéitespëtzt. Den 12. Juni 1963 gouf de Mercury-Programm offiziell agestallt. Well de President John F. Kennedy a senger Kongressried de 25. Mee 1961 d'Moundlandung wärend dem lafende Joerzéngt als Zil uginn hat, hu misse grouss Raumfaart-Programmer uviséiert ginn, well sou éiergäizeg Plange mat dem Mercury-Programm net ze realiséiere waren. Dat louch an éischter Linn un der Onméiglechkeet, d'Raumschëff ze manövréieren. Dat war awer fir Kopplungsmanöver am All eng noutwendeg Viraussetzung. Nom Mercury koum de Gemini-Programm, fir deen d'Geplangs schonn 1959 ugefaangen hat.




#Article 166: Gordian Troeller (497 words)


De Charles 'Gordian' Troeller gebuer de 16. Mäerz 1917 an der Stad, a gestuerwen den 20. Mäerz 2003 zu Hamburg, war e lëtzebuergesche Journalist, Dokumentarfilmmécher a Resistenzler.

Knapps zréck zu Lëtzebuerg, huet hien 1940 mat senger jiddescher Frëndin Ruth Kahn a Frankräich misse flüchten, wou se sech bestuet hunn. Mat Hëllef vum hollännesche Geheimdéngscht huet hien e Resistenzlerreseau opgebaut, deen Hollänner, Belsch a Lëtzebuerger duerch Frankräich, Spuenien a Portugal bis a Groussbritannie geschleist huet.

Verbattert iwwer d'Haltung vun der Lëtzebuerger Exilregierung an der Aart a Weis, wéi d'politescht Liewen zu Lëtzebuerg sech nom Krich organiséiert huet, huet hie mam Norbert Gomand d'Wochenzeitung l'Indépendant gegrënnt. Doran huet en dacks d'Haltung vun der Lëtzebuerger Regierung géintiwwer hire Bierger wärend der Naziokkupatiounszäit kritiséiert. Dat huet dozou gefouert, datt d'Regierung mat enger Suite vu Prozesser déi Zeitung an d'Faillite gedriwwen huet. De Gordian Troeller huet doropshi Lëtzebuerg de Réck gedréint a virun allem als Auslandskorrespondent vu verschiddenen europäeschen Zeitunge geschafft. Hien huet ë. a. Reportage vun den Nürnberger Prozesser a, vu Madrid aus, iwwer Spuenie gemaach.

Am Ufank vun de 1950er Joren huet de Gordian Troeller zu Amsterdam d'Marie-Claude Deffarge kennegeléiert, déi duerno seng zweet Fra gouf. Zesummen hu si Reportagë vun aus der ganzer Welt gemaach. Sou hu si vun 1960 bis 1972 ë. a. reegelméisseg fir déi däitsch Illustréiert Stern geschafft.

Bekannt gouf d'Koppel virun allem duerch hir Dokumentar-Filmer, déi se vun 1963 u gemaach hunn. D'Serie Im Namen des Fortschritts (fr. Au nom du progrès) besteet aus 22 Filmer, déi se tëscht 1974 a 1984 gedréint hunn. 1984 ass d'Marie-Claude Deffarge gestuerwen, an de Gordian Troeller huet mat der Ingrid Becker-Ross virugeschafft, mat där en och schonn d'Serie Frauen der Welt (fr.: Planète des femmes), 12 Filmer tëscht 1979 an 1983 gedréint hat. Zesummen hu se 35 Filmer aus der Serie Kinder der Welt realiséiert, déi all op der däitscher Tële, zum Deel och op där franséischer, gewise goufen.

A sengen engagéierte Reportagë stellt den Troeller sech ëmmer op d'Säit vun de Schwaachen. D'Leitmotiv ass d'Beschreiwung vum schwéiere Liewe vun den einfache Leit an de sougenannten Entwécklungslänner, agebonnen an déi politesch a wirtschaftlech Konditiounen, déi dëst Liewe bedingen. Den Troeller prangert d'Amëschen an dat rücksichtslost Duerchsetze vun den Intressie vun de fréiere Kolonialmuechten un, mä och déi importéiert Ideologië vun den neien Hären a Meeschteren, (mir sinn am Kale Krich), déi gewuesse Strukturen zerstéieren an déi nei Ongerechtegkeete schafen. Hie weist, zum Beispill unhand vu brasilianeschen Doléiner an enger Zockerrouerplantage, wéi de sougenannte Fortschrëtt, deen de Welthandel fërdert, dozou bäidréit, datt e puer Wéineg sech kënnen iwwerméisseg beräicheren, iwwerdeems wäit Deeler vun der Populatioun ënner der Hongersgrenz liewe mussen.

Fir seng Reportage huet de Gordian Troeller eng Hellewull Präisser kritt, dorënner 1992 de renomméierten Adolf-Grimme-Preis fir säi Liewenswierk.

Hien ass 2003 am Alter vu 86 Joer zu Hamburg gestuerwen.

Als Hommage un de Gordian Troeller ass am Dezember 2007 an der Serie Films made in Luxemburg eng DVD mat dräi Dokumentarfilmer ënner dem Titel Gordian Troeller revisited erauskomm.




#Article 167: Attentat vu Sarajevo (813 words)


DAttentat vu Saravejo vum 28. Juni 1914 bei deem den éisträicheschen Trounfolger Franz Ferdinand a seng Fra Sophie ëm d'Liewe kënnt, gëllt allgemeng als ee vun den Ausléiser vum Éischte Weltkrich.

Bosnien an Herzegowina, déi zanter 1878 ënner éisträichescher Verwaltung sinn an 1908 de jure annexéiert goufen, si vun Onroue gezeechent. D'serbesch Awunner, an dat sinn ëmmerhin 40 Prozent, wëll d'Vereenegung mam Kinnekräich Serbien. Zentrum vun dësen Iddien ass d'Geheimorganisatioun Schwaarz Hand (Ujedinjenje ili Smrt – Eenheet oder Doud), déi d'politescht Zil huet, all d'Südslawen ënner serbescher Féierung ze verenegen.

Natierlech ass de Besuch zu Sarajevo eng eemoleg Chance fir d'Attentäter, déi sech warscheinlech sou bal net méi bidde wäert. Doriwwer eraus huet den Datum awer och eng bestëmmte Bedeitung fir d'Serben: den 28. Juni ass den Sankt Veit-Dag, de mytheschen Nationalfeierdag vun de Serben, un deem si der Nidderlag géint d'Tierken 1389 um Amselfeld erënneren.

Fir den éisträicheschen Trounfolger ass et eng Fro vun Deeg bis hien op den Troun klamme wäert, ëmmerhin huet den éisträichesche Keeser Franz Joseph scho 85 Joer.

Dësen Ament huet de Franz Ferdinand gutt virbereet an hien huet eng Jett wëlles. Virun allem geet et him ëm eng Restrukturéierung vum éisträichesche Villvëlkerstaat andeems d'südslawesch Bevëlkerungsgruppe méi staark agebonne ginn. Mat sou Pläng mécht hie sech zu Wien net onbedéngt beléift, an dat ass hie souwisou schonn net.

Op den Troun kënnt hien eigentlech méi duerch Zoufall, als Neveu vum Keeser Franz Joseph, nodeem de Krounprënz Rudolf sech selwer ëmbruecht hat. Zu allem Iwwerfloss hat e sech och nach mat der falscher Fra bestuet, der Sophie Chotek, enger béimescher Gräfin, an den Ae vun den Habsburger net akzeptabel.

Feinden hat de Franz Ferdinand demno genuch.

Eigentlech ass et fir d'Attentäter zimmlech einfach, et si keng speziell Sécherheetsmoossname geholl ginn an de Franz Ferdinand a seng Fra Sophie fueren am Cabrio duerch d'Stroosse vu Sarajevo.

Nodeem den Auto laanscht déi éischt zwéi Poste fiert ouni datt eppes geschitt – warscheinlech waren d'Attentäter awer net sou king – fiert den Auto laanscht de Čabrinović deen eng Handgranat an den Auto geheit. Déi lant allerdéngs um Pavé, wou s'explodéiert, a Panik mécht sech breet. Den Auto bleift op Urode vum Franz Ferdinand emol stoen, an de Čabrinović gëtt festgeholl. En Offizéier vum Franz Ferdinand gouf beim éischten Uschlag blesséiert a gëtt an d'Spidol bruecht. Duerno geet et wéi de Blëtz op d'Gemeng, fir déi eigentlech geplangt Visite.

An der Gemeng lauschtert de Franz Ferdinand gedëlleg dem Buergermeeschter seng Ried, wëllt awer duerno de weidere Programm léiwer ofbriechen, an an d'Spidol fueren. Allerdéngs krut säi Chauffer dat net matgedeelt, an ënnerschreift souzesoen d'Doudesurteel fir de Franz Ferdinand a seng Fra Sophie. De Provënzgouverneur a Bäifuerer mécht hien dodrop opmierksam an den Auto bleift fir e puer Sekonne stoen, an déi ginn dem Princip duer, deen zweemol schéisst. Déi éischt Kugel geréit de Franz Ferdinand am Hals, déi zweet geet op seng Fra. Viru Geriicht seet hien aus, datt en net wëlles hat, d'Sophie ëmzebréngen, mä datt seng Schëss eigentlech nëmme fir de Franz Ferdinand bestëmmt waren.

Den Auto fiert weider bei d'Residenz vum Gouverneur, mä d'Doktere kënnen näischt méi fir den Trounfolger a seng Fra maachen.

D'Attentäter sinn zu siwen, sechs bosnesch Serben an ee bosnesche Moslem. Déi jéngst Attentäter hu knapps 17 Joer.

Dräi vun hinnen, dorënner de Gavrilo Princip an den Nedeljko Čabrinović goufen zu Belgrad vun der Schwaarzer Hand ausgebilt. An hirem Gepäck hu si Revolveren, Handgranaten an Zyankali, fir datt de Géigner si op kee Fall lieweg ze pake kritt.

Gehollef kréie si vu serbeschen Douanieren, fir iwwer d'Grenz ze kommen.

Wéi wäit d'serbesch Regierung um Attentat matbedeelegt war, ass ni opgekläert ginn. Et gëtt allerdéngs spekuléiert, datt awer Brochdeeler un héijer Plaz bekannt gi waren, mä et gouf net agegraff.

Um Véirel vir zwielef fänken d'Morsetasten u mat klicken, an d'Nouvelle geet ronderëm d'Welt.

Den däitsche Keeser Wilhelm II. ass entsat. De Franz Ferdinand war e perséinleche Frënd vun him. D'Noriicht erreecht de Keeser op senger Yacht Hohenzollern. Fir hien ass kloer datt dëst Attentat net einfach kann higeholl ginn, mä et muss zréckgeschloe ginn. Mit de Serben muss aufgeräumt werden, und zwar bald heescht et an der keeserlecher Depesch u Wien.

Och an Éisträich ass d'Faass iwwergelaf. An der Press liest ee vun de Serben nëmmen nach als Mordgesindel, Läusevolk oder Hammeldiebe. De Generalstabschef Franz Freiherr Conrad vun Hötzendorf géif léiwer haut wéi muer um Balkan amarschéieren. De Keeser ass erstaunlech roueg, a wierkt net wierklech verwonnert vun der Nouvell. Hien huet sech zanter laanger Zäit domat offonnt, datt seng Dynastie vum Pech verfollegt ass, op een Doudege méi kënnt et do wierklech net méi un. Mä en aneren huet an Éisträich d'Fiedem an der Hand, den Ausseminister Leopold Graf Berchtold dee fir eng militäresch Interventioun plädéiert an duerch deen et zum faméise Blankoscheck vum Keeser Wilhelm II. kënnt, dee fatal Folge fir Europa wiert hunn.




#Article 168: Europäescht Parlament (343 words)


DEuropäescht Parlament (oder Europa-Parlament) ass déi Institutioun vun der Europäescher Unioun (EU), déi an direkter a geheimer Wal demokratesch gewielt gëtt. Et vertrëtt deemno direkt déi 500 Milliounen EU-Bierger an hëlt Deel um legislative Prozess vun der EU: zesumme mam Conseil vun der Europäescher Unioun, an deem d'Memberstaaten duerch hir Ministere vertruede sinn, stëmmt et iwwer Gesetzesvirschléi of, déi d'Europäesch Kommissioun ausgeschafft huet.

D'Membere vum Parlament, also d'Deputéiert, ginn zanter 1979 direkt vun de Bierger fir 5 Joer gewielt. President ass zanter Januar 2017 den Antonio Tajani.

Zanter de Wale vun 2014 gëtt et 751 Deputéiert (inkl. Präsident). Hir Zuel pro Memberstaat hänkt of vun deem senger Awunnerzuel: Vun ë. a. Lëtzebuerg mat 6 bis hin zu Däitschland mat 96 Deputéierten.

Bis op 59 fraktiounslous Deputéiert, sinn all an enger vun dëse 7 Fraktioune vertrueden:

D'Europäescht Parlament hält seng Plenarsëtzungen zu Stroossbuerg, an all zousätzlech Sëtzungen zu Bréissel. All Deputéiert ass an engem oder méi vun de 17 Kommissiounen, déi, jee no den Theemen, d'Plenarsëtzung preparéieren. Si, wéi och déi verschidde politesch Gruppen, hunn hir Reunioune meeschtens zu Bréissel. D'Generalsekretariat vum Europäesche Parlament ass zu Lëtzebuerg.

D'Europäescht Parlament an den Europäesche Conseil deelen d'legislativ Gewalt. Jee no Sujet gëtt et dräi Prozeduren, no deenen des Opdeelung geschitt:

D'Parlament an de Conseil deelen och d'Responsabilitéit iwwer d'Adoptioun vum Budget vun der EU: D'Europäesch Kommissioun mécht e Budgetsprojet, deen am Parlament a Conseil debattéiert gëtt. D'Parlament kann de Budget rejetéieren - wat scho méi wéi eemol virkoum; an deem Fall muss déi ganz Prozedur vu vir ugefaange ginn. Deemno huet d'Parlament d'Méiglechkeet, ze beaflossen, wat fir Suë woufir ausgi ginn. Allerdéngs geet bal d'Hallschent vum EU-Budget un d'Landwirtschaft, an iwwer déi Depensen huet d'Parlament näischt ze soen.

Schliisslech huet d'Parlament d'Kontroll iwwer d'Kommissioun: D'Kommissioun muss d'Vertraue vum Parlament hunn, éier s'iwwerhaapt ufänke ka mat schaffen, a mat enger Zweedrëttel-Majoritéit kann d'Parlament s'och erëm fréizäiteg entloossen. D'Parlament kontrolléiert weiderhin, op d'Kommissioun hir Aarbecht gutt mécht, andeems et d'Rapporte vum Europäesche Rechnungshaff examinéiert, an et kann der Kommissioun, wéi och dem Conseil, mëndlech oder schrëftlech Froen stellen.




#Article 169: Quirijn van Regteren Altena (133 words)


De Quirijn van Regteren Altena ass en hollännesche Kontrabassist.

De Quirijn van Regteren Altena huet beim Anthony Woodrow am Sweelinck Conservatoire zu Amsterdam Kontrabass studéiert. Dunn ass en an d'USA gaangen, an en huet do beim Gary Karr an der Hartt School of Music säi Studium weidergefouert. Fir méi en afwiesslungsräiche Repertoire ze spillen huet hie säi musekalescht Liewen opgedeelt. Engersäits trëtt en als Solist op, an anerersäits ass hien de Kontrabassist vum hollännesche Schönberg Ensemble an den Haaptkontrabassist vum Den Haager Residentie Orkest ënner dem Evgeny Svetlanov. 
 
De Quirijn van Regteren Altena ass och zäitweileg mam hollännesche Pianist Peter Beijersbergen van Henegouwen opgetrueden, mat deem hie Wierker agespillt huet vun der Sofia Gubaidulina a vum Arthur Honegger.

De Kënschtler spillt op engem Instrument, dat 1720 vum Gianbattista Grancino zu Mailand gebaut gouf.




#Article 170: Groupe de Support Psychologique (247 words)


De Groupe de Support Psychologique, kuerz GSP, ass e Grupp vu Fräiwëllege bei der Protection Civile. De Grupp ass nach relativ jonk a besteet momentan aus gutt 90 Memberen (Stand: Juli 2004).

D'Aufgab ass, graff gesinn, a Stresssituatioune séilesche Bäistand ze leeschten. An éischter Linn bedeit dat, datt Persounen, deenen eppes Schroes zougestouss ass, zum Beispill e Selbstmord an der Famill, en Accident, Bedreeung duerch aner Persounen a sou weider, ze hëllefen. Si iwwerdroen allerdéngs ni de Message vum Doud vun enger Persoun, dat ass d'Aufgab vun der Police, mä dacks sti si an zweeter Rei fir direkt ze hëllefen.

D'GSP Leit hëllefen net nëmmen anere Leit, mä och hiren eegenen. Sou kënnt et ëmmer erëm vir, datt de GSP och mat Ambulancieren oder Sauveteuren no schwéieren Asätz schwätzt, an op hir Problemer ageet. Och no traumateschen Erliefnesser fir Drëttpersoune wéi Éischt-Hëllefsleit spréngt de GSP an.

D'GSP-Leit si keng Psychologen, mä Secouriste mat enger unerkannter Ausbildung déi iwwer zwee Joer dauert. Um Terrain erkennt ee si un hire grénge Gilete mat der wäisser Opschrëft PSY. Fir Member vu GSP ze gi muss een op d'mannst 21 Joer al sinn.

Bekannt ass d'GSP duerch hir Hëllef besonnesch zu Waasserbëlleg bei der Geiselnam, bei der Betreiung vun deenen, déi beim Accident vum Luxair Fluch 9642 blesséiert goufen, oder Aenzeie waren, oder awer och bei deene Leit déi am Dezember 2004 aus deem bei Flutkatastrophe verwüsten Ostasien heemkoumen.

Et bleift nach z'ernimmen, datt d'Membere vum GSP un d'Beruffsgeheimnes gebonne sinn.




#Article 171: Noutruff (304 words)


Als Noutruff bezeechent een all Versuch, duerch Kommunikatioun no Hëllef ze ruffen. Dëst ka vum klassesche Jäize bis zur SMS alles sinn, woumat een op sech opmierksam maache kann. Dobäi ass et egal, ob een humanitär oder technesch Hëllef brauch, Noutriff gëtt et genee sou gutt fir Heizungsmonteure wéi fir Ambulanzen. Am klassesche Sënn allerdéngs sicht ee bei engem Noutruff entweder no Pompjeeën, Ambulancieren oder Polizisten, déi engem séier zur Hëllef kommen.

Noutriff déi op keng spezifesch Adress ginn, an déi, wéi z. B. den SOS an der Navigatioun an Aviatioun, per Funk oder Morsen ofgesat ginn, sinn Noutsignaler.

Den 29. Juli 1991 hunn déi zoustänneg Ministere vun den EU-Memberstaaten eng Decisioun getraff, mat där se sech verflicht hunn, d'Telefonsnummer 112 op hire Reseaue fräizeschalten. D'Iddi dohanner ass, datt all Bierger vun der EU sech nëmmen eng Nummer muss verhalen an iwwerall an Europa séier u seng Hëllef kënnt.

Déi Decisioun ass sou wäit ëmgesat, och wa vill Länner nach ëmmer hir al Noutruffnummere bäibehalen hunn. Des Weidere bitt all Handy, all Telefonskabinn, an all Telefon souwisou d'Méiglechkeet, den 112 gratis unzeruffen. Bei Handye léisst sech dës Nummer dacks souguer ouni PIN-Code, Sim-Kaart oder mat aktiver Tastespär wielen. Ausserdeem léisst sech normalerweis en Noutruff souguer da mam Handy ofsetzen, wann d'Haaptnetz, dat sougenannt A-Netz, dout ass.

International sinn d'Noutruffnummeren nach ëmmer net déi selwecht. Vill Länner hunn den 112 als Noutruff agefouert. Um amerikanesche Kontinent ass d'Nummer 9-1-1 méi populär wéi an Europa den 112. Nieft dësen zwou groussen Nummere gëtt et och eng Rei, net grad sou wäit verbreet Nummere wéi den 000 oder den 999, fir weider Infoen, kuckt bei de Linken.

Fir e qualifizéierten Noutruff ass all Disponent dankbar, wann ee sech un d'6-W-Reegel hält. Si wëlle wëssen:

Wichteg ass, datt een ni däerf anhänken, dat mécht den Disponent vum Noutruff.




#Article 172: Michael Reeves (116 words)


De Michael Reeves, gebuer de 17. Oktober 1943, a gestuerwen den 11. Februar 1969 zu London, un enger Iwwerdosis vu Schloftabletten, war en englesche Filmregisseur.

Fir säin zweete Film The Sorcerers engagéiert hien de Boris Karloff.

A sengem nächsten a leschte Film Witchfinder General spillt de Vincent Price d'Haaptroll. Hei geet et ëm de Mathew Hopkins, deem säi Liewensziel et ass Hexen ze fannen an ze verbrennen.

De Michael Reeves huet a sengem kuerze Liewen zwar nëmmen 3 B-Filmer gedréint. Hien huet et awer fäerdeg bruecht a jiddwerengem vu senge Filmer ee vun de grousse Schauspiller aus dem Horrorfilmgenre fir d'Haaptroll z'engagéieren.

De Film Witchfinder General ass nom fréien Doud vum Michel Reeves e Kultfilm ginn.




#Article 173: Weltierwen (205 words)


D'UNESCO-Lëscht vum Weltierwen, WORLD HERITAGE, besteet aus dem Weltkulturierwen an dem Weltnaturierwen. Am Ganzen ëmfaasst se 788 Denkmaler an 134 Länner. Dovu si 611 Kulturdenkmaler (K) an 154 Naturdenkmaler (N), 23 Denkmaler gehéiere souwuel zum Kultur- wéi zum Naturierwen.

D'UNO-Ënnerorganisatioun ënnerstëtzt bei de genannte Monumenter d'Protektioun an d'Restauratioun duerch materiell an wëssenschaftlech Hëllef.

D'Grondlag dozou ass eng UNESCO-Konventioun fir d'Protektioun, déi 1972 zu Stockholm ausgeschafft gouf. Se ass 1975 a Kraaft getrueden.

Fir an déi Lëscht opgeholl ze ginn, muss wéinstens ee vun dëse Critèren erfëllt sinn:

D'Iddi fir dëse Projet koum duerch en Opruff vun der UNESCO vum 8. Mäerz 1960, fir déi Monumenter ze retten, déi duerch de Bau vum Assuan-Staudamm vum Nil zerstéiert gi wieren.

Eemol d'Joer, normalerweis Ufanks Juli, gesäit sech den UNESCO World Heritage Committee, fir doriwwer ofzestëmmen, wat nach op d'Lëscht komme kéint.

Op d'Rout Lëscht vum Kulturierwen gi besonnesch bedreet Objeten opgeholl, souguer wann den zoustännege Staat keng Demande gemaach huet. Zanter 2004 stinn op där Lëscht 35 Denkmaler.

De Begrëff vum kulturellen Ierwen (héritage) geet op den Henri-Baptiste Grégoire zréck, deen am 18. Joerhonnert Bëschof vu Blois war, an ass schonn de 14. Mee 1954 an der Haager Konventioun definéiert, déi vun den USA net ënnerschriwwe gouf.




#Article 174: Schaltjoer (166 words)


E Schaltjoer ass e Joer mat 366 amplaz vun 365 Deeg. 

Zanter der Aféierung vum gregorianesche Kalenner gëllt:

Sou war d'Joer 2000 e Schaltjoer wéinst der 3. Reegel, 1900 dogéint war keent wéinst der 2. Reegel.

De julianesche Kalenner, de Virgänger vum gregorianeschen, huet nëmmen déi éischt Reegel kannt.

E Joer op der Äerd huet genee 365,2422 Deeg. Am julianesche Kalenner hat e Joer am Duerchschnëtt eng Längt vun 365,25 Deeg, an dat huet am Laf vu 15 Joerhonnerten zu engem Ënnerscheed vun 10 Deeg gefouert. De gregorianesche Kalenner huet dësen Ënnerscheed duerch e Joer mat 10 Deeg manner ausgeglach, an zwar 1582, wou nom 4. Oktober direkt de 15. Oktober koum. Zanterhier huet d'Joer am Duerchschnëtt 365,2425 Deeg. Dat ass zwar ëmmer nach ze vill, ma eréischt an 10.000 Joer entsteet e Feeler vun 3 Deeg.

De Schaltdag ass deen Dag, deen an engem Schaltjoer bäigesat gëtt.

Deen Dag gëtt am Februar bäigefléckt, soudatt an engem Schaltjoer de Februar 29 amplaz vun 28 Deeg, huet.




#Article 175: Kleng Lëtzebuerger Schwäiz (1328 words)


Kleng Lëtzebuerger Schwäiz (Petite Suisse luxembourgeoise) ass eng Géigend am Oste vu Lëtzebuerg. Si ëmfaasst ënner aneren d'Uertschaften Iechternach, Bäerdref, Scheedgen, Konsdref, Beefort, Grondhaff a Mëllerdall. Hiren Numm huet se wéinst de Fielsen aus Lëtzebuerger Sandsteen, déi duerch Baachen a Flëss fräigeluecht goufen. Doduerch si Fielswänn, Hielen a Schlëff entstanen, déi d'Klammsportler, Natur- a Wanderfrënn gläichermoossen unzéien.

Den Numm Petite Suisse luxembourgeoise / Kleine Luxemburger Schweiz gëtt et zanter den 1880er Joren. Géint Enn vun den 1990er Jore sinn am Tourismusberäich Bestriewungen opkomm, hien duerch d'Bezeechnung Regioun Mëllerdall (Région Mullerthal) z'ersetzen, wat net onëmstridden ass, well de Mëllerdall nëmmen e klengen Deel vun der Petite Suisse ass an deen neie Begrëff doduerch zu Konfusioune féiere kann.

Zu der nei definéierter Regioun Mëllerdall/Petite Suisse gehéiere 15 Gemengen, déi sech am Grupp Leader Müllerthal, deen zanter 2003 existéiert, regruppéiert hunn; et sinn dat d'Gemengen Ärenzdall, Bäerdref, Bech, Beefort, Iechternach, Konsdref, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Noumer, Reisduerf, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg. Dës Gemengen decken eng Gesamtfläch vun 310,90 km2 of.

D'Hielen a Fielsvirspréng an der Géigend hu schonn an der Alsteenzäit (50.000 v. Chr.) de Mënsche Schutz gebueden. Archeologesch Fondsaachen, wéi Feilspëtzten aus Feiersteen, mä och Rëtzen an de Fielswänn weisen drops hin, datt s'och an der mëttlerer Steenzäit (Mesolithikum, 8.200-4.500 v. Chr.) vu Jeeër bewunnt waren. Dem „eelste Lëtzebuerger“ säi Skelett (op zirka 6.100 v. Chr. datéiert), deen de 7. Oktober 1935 um lieu-dit Loschbour ënner engem Fielsvirsprong entdeckt gouf, kann haut am Naturmusée bewonnert ginn.

D'Réimer hunn d'Fielsen als Steebroch benotzt. Am Mëttelalter goufen do d'Millesteng fir déi sëllege Millen an der Ëmgéigend gewonnen (kuckt den Numm „Mëllerdall“). Zeien dovu sinn z. B. d'Huellay, d'Pitteschkummer an den Amphitheater bei Bäerdref. Zu Bäerdref steet och de Véiergëttersteen, op deem réimesch Gottheeten ze gesi sinn, an deen interessanterweis an der Kierch ënner dem Altor steet.

Zanter dem 19. Joerhonnert lackelt dës Géigend Touristen un. Dovun zeien z. B. d'Nimm vu verschiddene Fielsformatiounen, déi aus dem Krimkrich (Perekop, Malakoff-Tuerm) respektiv dem tierkesch-russesche Krich vun 1877-1878 (Schipkapass) stamen. Haut gëtt et 40 km Trëppelweeër.

Fir ze verhënneren, datt d'Natur ze vill verschampeléiert gëtt, an déi fragil Vegetatioun zu Schued kënnt, ass de Klammsport reglementéiert. Leit, déi gär klamme ginn, mussen eng Demande beim Ëmweltministère maachen an däerfen dat nëmmen op ausgewisene Plazen an der Wanterbaach bei Bäerdref.

D'Kleng Lëtzebuerger Schwäiz ass Deel vum Däitsch-Lëtzebuergeschen Naturpark.

A Sachsen gouf et zanter dem Enn vum 18. Joerhonnert de Begrëff „Sächsische Schweiz“.

Ufanks dem 19. Joerhonnert war d'Schwäiz mat hire romantesche Séien a Bierger um gudde Wee, fir déi touristesch Destinatioun „par excellence“ an Europa ze ginn. A mat der Schwäiz verglach ze ginn, war fir all Géigend an Europa schmeechelhaft.

A sengem Buch Légendes des Artistes, dat 1842 erauskomm ass a wou ë. a. d'Legend vum Laange Veit erzielt gëtt, huet de Jacques Collin de Plancy d'Iechternacher Géigend an engem Zock mat der Schwäiz ernimmt: „C'est la Suisse des Pays-Bas que cette contrée romantique.“ Den Hiwäis op Holland ergëtt sech doraus, datt deemools den hollännesche Kinnek och Groussherzog vu Lëtzebuerg war, an et fir e Friemen net onbedéngt kloer war, datt Lëtzebuerg keen Deel vun Holland war.

Wéini den Numm „Kleng Lëtzebuerger Schwäiz“ fir d'éischt gebraucht ginn ass, konnt nach net eendeiteg erausfonnt ginn. Méiglecherweis gëtt et en Zesummenhang mat engem Artikel, deen 1879 an der hollännescher Zeitung Nieuwe Amsterdamse Courant publizéiert an 1880 vum Henri Adolphe Reuland a sengem Guide Das romantische Ernztal oder Fels und seine Umgegend ernimmt gouf. Deen Artikel huet d'Verschéinerungsaarbechten, déi an dem Joer 1879 am Mëllerdall gemaach gi sinn, beschriwwen a sot als Conclusioun, datt de Mëllerdall elo mat den Haaptattraktioune vun der Sächsescher Schwäiz konkurréiere kéint. Domat war eng éischt Kéier den Numm „Schwäiz“ mat dem Mëllerdall a Verbindung bruecht ginn.

De Verglach mat der Sächsescher Schwäiz ass och vum hollänneschen Auteur vu Reesliteratur Marie Adrien Perk gemaach ginn. Awer net fir de Mëllerdall, mä fir d'Sandsteefielse vum Wee, dee vun der Fiels duerch den Dall vun der Manzebaach bei d'Meesebuerger Schlass féiert. „Alles herinnert u aan de Saksische Schweitz“ (Alles erënnert iech un d'Sächsech Schwäiz), schreift de Perk 1880 a senge Schetsen uit Luxemburg (Skizzen aus Lëtzebuerg). D'gedanklech Verbindung vun der Lëtzebuerger Sandsteegéigend an der Schwäiz louch deemools also an der Loft, och wa se nach net op eng bestëmmte Plaz fixéiert war.

Den Echternacher Anzeiger vum 19. Mee 1881 huet e Bericht aus der Trier'schen Zeitung iwwer d'Excursioun, déi de wëssenschaftleche Veräi vun Tréier de 15. Mee op Iechternach gemaach hat, iwwerholl, an deem och de Verglach mat der Sächsescher Schwäiz ze fannen ass, déi Kéier fir d'Géigend vun Iechternach: „Die Umgebung von Echternach kann dreist mit der sächsischen Schweiz oder anderen berühmten Gegenden Deutschlands rivalisiren (…).“. An engem Artikel an der Metzer Zeitung, deen den Echternacher Anzeiger den 20. Oktober 1881 publizéiert huet, gëtt ebenfalls de Verglach mat der Sächsescher Schwäiz an der Iechternacher Géigend gemaach.

De Begrëff „Lëtzebuerger Schwäiz“ ass awer nach net an den Touristeguide vun der Géigend aus dem Ufank vun den 1880er Joren ze fannen. Och net an dem Grand-Duché de Luxembourg historique et pittoresque vum Dr. Jean-Pierre Glaesener (1885), deen op der Säit 405 d'Presenz vum Far Hymenophyllum tunbrigense an de säitlechen Däller vum Mëllerdall ernimmt an dobäi schreift, datt dëse raren Hautfar och an der „Suisse saxonne“ virkéim, där hir Fielslandschaft eng grouss Analogie mam Mëllerdall presentéiere géif. En direkten Hiwäis op den Numm „Lëtzebuerger Schwäiz“ fënnt een awer net beim Glaesener. Eng Relatioun tëscht dem Glaesener senger Analogie mat der Sächsescher Schwäiz an dem spéideren Numm „Lëtzebuerger Schwäiz“, wéi alt gemengt ginn ass, léisst sech also net etabléieren.

Méi en direkten Hiwäis op d'Schwäiz als solch ass an engem Artikel ze fannen, deen am Mee 1880 am “Echternacher Anzeiger” publizéiert ginn ass; do geet vu schweizergleichen Naturschönheiten Rieds am Kontext “Äsbech”-Dall an “Huel Lee” (Hohllay). Dat eelst bis dato bekannt Dokument, wou de Begrëff “Lëtzebuerger Schwäiz” virkënnt, ass eng topographesch Kaart fir Touristen aus dem Joer 1889, déi den Titel Petite Suisse Luxembourgeoise. Carte de la Sûre inférieure dréit. Hiren Auteur war de Jean-Pierre Schmit, a si ass an der Imprimerie «Les Arts Graphiques» zu Bréissel gedréckt ginn. Si ass am Lëtzebuerger Nationalarchiv ze fannen. Eng verklengert monochrom Reproduktioun vun der Kaart ass an dem Buch Die Stadt Echternach: die kleine Luxemburger Schweiz, dat den Émile Borschette 1997 erausginn huet, ze gesinn.

Vun den 1890er Joren u gi Bezeechnunge wéi „Luxemburger Schweiz“, „Kleine Luxemburger Schweiz“, „Suisse Luxembourgeoise“ a „Petite Suisse Luxembourgeoise“ allgemeng gebraucht, och iwwer d'Grenze vum Land eraus. Sou kënnt d'Expressioun „Petite Suisse luxembourgeoise“ an dem Artikel Le Grand-Duché de Luxembourg vum Georges Rodenbach am Supplément littéraire vum Figaro (Paräis) vum 6. Dezember 1890 vir; de Kontext ass allerdéngs e bësse konfus. DLuxemburger Wort huet deen Artikel kuerz duerno ofgedréckt.

Am Joer 1898 huet den Iechternacher Fotograf Jacques Marie Bellwald en Album-Guide mam Titel La Petite Suisse Luxembourgeoise erausginn; am Laf vun de Joren huet hien och eng Hellewull vu Postkaarte mat der Légende „Petite Suisse Luxembourgeoise“ resp. „Kleine Luxemburger Schweiz“ an den Handel bruecht.

Domat ass awer nach ëmmer net kloer, wie schlussendlech den Numm „Petite Suisse“ erfonnt huet. Am Guide vum Iechternacher Verschéinerungsveräin aus dem Joer 1907 liest een, d'Hollänner, déi bekanntlech déi éischt Touristen am Lëtzebuerger Land waren, hätten de Begrëff „Luxemburger Schweiz“ fir d'éischt gebraucht. Wat jiddefalls net stëmmt ass d'Behaaptung, de Mëllerdall hätt vun 1859 oder souguer schonn vu kuerz no 1814 un den Numm „Kleine Luxemburger Schweiz“ gedroen.

Am 2. Weltkrich huet den däitschen Okkupant sech um Hiwäis op d'Schwäiz gestéiert, an Enn Januar 1942 ass an der Zeitung déi nei Bezeechnung Echternacher Felsenland opgedaucht, déi d'Nazie vun elo un an der Plaz vun der Luxemburger Schweiz imposéiert hunn. An enger aussergewéinlecher Sitzung, den 8. Februar 1942 am Veräinshaus zu Iechternach, déi den Iechternacher Amtsbürgermeister Christian Stock aberuff hat, sinn d'Gemengepäpp vun Iechternach, Beefort, Bäerdref, Mompech a Rouspert offiziell iwwer deen neien Numm informéiert ginn, an datt hir Gemenge vun elo un, wat den Tourismus ubelaangt, am Fremdenverkehrsamt des Amtes Echternach regruppéiert wieren.




#Article 176: Codex Aureus Epternacensis (473 words)


 

De Codex Aureus Epternacensis, och Evangeliar vun Iechternach, ass e Meeschterwierk vun der mëttelalterlecher Buchmolkonscht.

En ass tëscht 1030 an 1050 am Skriptorium vum Klouschter vun Iechternach entstanen. De Prunkdeckel war e Cadeau vun der Keeserin Theophanu (gest. 991) an hirem Jong Otto III. (983-1002) fir déi Iechternacher Benediktinerabtei.

D'Pateren hunn doropshin eng Evangelien-Handschrëft geschaf. Dës Handschrëft hieft sech vun deenen aneren of, déi zu där Zäit zu Iechternach gemaach goufen, virun allem duerch déi räichhalteg Illustratioune vun Zeenen aus dem Liewe vu Christus.

Den Text ass op Pergament geschriwwen a mat Initialen dekoréiert. D'Blieder sinn 445 × 310 mm grouss.

Fir d'éischt kënnt eng Virried vum Hieronymus un de Poopst Damasus. Den Hieronymus hat am 4. Joerhonnert d'Reiefolleg vun de véier Evangelie festgesat. Da kënnt eng aner Virried, déi explizéiert, wéi d'Kanontafelen ze gebrauche sinn. Déi Tafelen erméiglechen et, ze kucken, wat fir Partien bei deene verschiddenen Evangelisten iwwereneestëmmen.

Da kommen déi véier Evangelien. Virun all Evangelium, dat textgenee erëmgi gëtt, ass e Bild vum Evangelist, deen als Schreiwer duergestallt ass. Op am Ganze 16 Säite sinn a jee dräi Sträifen, déi ënnerenee stinn, iwwer honnert Eenzelbiller gemoolt. Besonnesch ervirzehiewe sinn déi Säiten, op deenen den Text mat Goldtënt geschriwwen as (dohier den Numm). De Bildrand ass mat Purpur gefierft. All Biller spigelen d'Liewen am Mëttelalter erëm a sinn domat eng wichteg Quell, fir ze wëssen, wéi d'Leit gelieft hunn. Op de 'Riddos-Säite si gemoolten Imitatioune vu byzantinesche Seidestëfter ze gesinn.

Um viischten Deckel, deen üppeg mat Edelsteng dekoréiert ass, gesäit een, op Goldblech, déi zwéi Stëfter: lénks ënnen de jonke Kinnek a spéidere Keeser Otto III., riets ënne seng Mamm, d'Keeserin Theofanu. An deenen anere Goldpartieë sinn déi véier Paradäisflëss an d'Symboler vun de véier Evangelisten ze gesinn. Op der lénkser Säit stinn d'Muttergottes, déi helleg Willibrord a Benedikt, an op der rietser den hellege Péitrus, de Bonifatius an de Liudger. D'Relief aus Elfebeen, an der Mëtt vum Deckel, weist de Jesus um Kräiz, gedroe vun der Äerd.

De Codex gouf bis zu der Franséischer Revolutioun am Klouschter Iechternach versuergt. Wéi d'Klouschter 1795/1796 opgeléist gouf, ass d'Buch iwwer Mainz op Erfurt bruecht ginn. 1801 huet den Ernst II. vu Sachsen-Gotha-Altenburg de Codex kaaft. E gouf do Deel vun der Bibliothéik vum Schlass Friedenstein, zu Gotha. 1928 gouf et an eng Stëftung integréiert, dHerzog von Sachsen-Coburg-Gotha'sche Stiftung für Kunst und Wissenschaft. 1945 gouf d'Evangeliebuch, mat anere Konschgéigestänn vun der Famill vum Herzog op Coburg bruecht.

De Codex Aureus stoung 1955 zum Verkaf. D'Lëtzebuerger Regierung konnt oder wollt deemools net déi gefroten Zomm opbréngen, soudatt en den 9. Mee 1955 fir 1,5 Millioun D-Mark vum Germanisches Nationalmuseum vun Nürnberg opkaaft gouf, wou en haut ze gesinn ass.

Zu Lëtzebuerg gëtt et e puer Exemplare vun der Facsimile-Editioun. Eent dovu kann een am Iechternacher Abteismusée bewonneren. Sujeten aus dem Codex goufen als Käpperchesmotiver benotzt.




#Article 177: Dian Fossey (258 words)


DDian Fossey gebuer de 16. Januar 1932 zu San Francisco, a gestuerwen de 27. Dezember 1985 am Karisoke Research Centre am Ruanda, war eng US-amerikanesch Verhalensfuerscherin. Si war spezialiséiert op d'Erfuerschung vu Bierggorillaen.

D'Dian Fossey war vu Beruff Ergotherapeutin. Ufanks der 60er Jore war si fir d'éischt an Ostafrika. 1966 ass si am Optrag vun der National Geographic Society an de Ruanda gereest, fir eng Laangzäitetude iwwer Bierggorillaen ze maachen.

Mat der Zäit huet si et fäerdegbruecht, vun de Gorillaen akzeptéiert ze ginn. Sou war et méiglech ginn, Abléck a Verhalensformen, Familljestrukturen a besonnesch an d'Kommunikatioun tëscht deenen Déieren ze kréien. A Spezialistekreesser war se wéinst hiren Dokumentarfilmer an den Artikelen am National Geographic Magazine séier bekannt. Am Ruanda huet se 1967 de Karisoke Research Center opgebaut.

Mat de Braconnieren hat se grouss Problemer, well d'Gorillaen um Austierwe sinn, an dofir um Schwaarzmaart gesicht sinn.

Am Dezember 1985 ass d'Dian Fossey an der ruandescher Provënz Ruhengeri doutgeschloen opfonnt ginn. De Muerd konnt ni opgekläert ginn. Hir Memoiren Gorillas in the Mist goufen 1988 vum Michael Apted verfilmt. D'Buch geet méi an den Detail vun hirer wëssenschaftlecher Carrière, et vergësst awer méi Eenzelheeten aus hirem Privatliewen, wéi zum Beispill hir Affär mat dem Fotograf Bob Campbell, déi am Film am Detail behandelt gëtt.

Sou richteg bekannt ass d'Dian Fossey ginn, wéi de Film  erauskoum, an deem d'Sigourney Weaver d'Titelroll gespillt huet.

De Roger Ebert iwwer de Film: Hien erzielt eis wat d'Dian Fossey gemaach huet a wat mat hir geschitt ass, mä en erzielt eis net wie si war.




#Article 178: Mumm Sweet Mumm (145 words)


Mumm Sweet Mumm ass e lëtzebuergesche Film vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer, deen den 20. Oktober 1989 seng Première hat.

Den John E. Diderich, e räichen Amerikaner, reest op Lëtzebuerg fir endlech de Musical aus Clausen ze gesinn, aus deem seng Bomi him ëmmer Lidder gesongen huet, an an deem si als jonkt Meedchen d'Haaptroll gespillt hat.

Nodeems hien eng déck Zomm Sue sprange gelooss huet, ginn dräi verschidde Regisseure sech dru fir dat Stéck nei opzeféieren, et handelt sech heibäi ëm dMumm Séis vum Dicks.

De Film ass eng Zort Brennglas vun der lëtzebuergescher Kulturszeen vum Enn vun den 1980er Joren; nieft der Hellewull vu Schauspiller a Museker, déi un den Inszenéierunge vun der Mumm Séis bedeelegt sinn, hunn och en etlech aner Leit aus deem Milieu - Journalisten, Kulturbeamten, Regisseuren,... - Cameo-Optrëtter.

E gouf am Ganze vun 26.867 Leit gesinn.




#Article 179: Congé fir e Mord (154 words)


Congé fir e Mord ass e lëtzebuergesche Film vum Paul Scheuer, deen de 16. Dezember 1983 seng Première hat.

Den Här Huberty wëll sech en Observatoire baue loosse well hien un Astronomie intresséiert ass. Den Apdikter Henri Lamesch aus dem Duerf ass mat dem Här Huberty senger Niess bestuet. Den Här an d'Madame Lamesch fäerten, datt dem Monni seng Suen all bei dem Projet vum Observatoire dropginn, an datt si als eenzeg Ierwen nom Monni sengem Doud eidel ausginn. Dunn hunn den Här Apdikter an d'Madame eng Iddi, se wëllen de Monni ëmbréngen...

De Film ass a 16mm gedréint an hat e Budget vun nëmmen 1,7 Millioune Lëtzebuerger Frang. Als éischte Film op Lëtzebuergesch ass en an engem richtege Kino (dem Utopia) gelaf, ier en op Tournée uechter d'Land goung. Et ass dee lëtzebuergesche Film mat bis ewell deene meeschte Spectateuren: Dem CNA no gouf e vun am Ganze 50.056, respektiv 42.619 Leit gesinn.




#Article 180: Australien (643 words)


Australien, offiziell Commonwealth of Australia, ass e Staat um australesche Kontinent tëscht dem Indeschen Ozean an dem Südpazifik, am Südoste vun Asien. Zesumme mat der Nopesch-Insel Tasmanien bilt en de Commonwealth of Australia, en autonomen Deel vum Commonwealth of Nations.

Australien breet sech iwwer ongeféier 4000 km vum Kap Byrne vun Osten no Westen an iwwer 3700 km vum Kap York am Norde bis Tasmanien am Süden aus.

Zu Australien mat enger duerchschnëttlecher Héicht vun 300 m iwwer dem Mieresspigel gehéieren als wichtegst baussenzeg Gebidder Norfolk Island an Australian Arctic Territory.

D'Küst ass 36.735 km. laang.

Iwwer méi wéi 2000 km erstreckt sech de Great Barrier Reef vum südleche Queensland bis zum Golf vu Papua. Et ass eent vun de bedeitendste Mieresökosystemer a geschützte Liewensraum fir 1500 Fësch-, 4000 Weechdéier- a 400 Korallenaarten.
 
Aus dem Great Western Plateau, deen Deeler vu Queensland, Westaustralien a vum Northern Territory ëmfaasst, erhieft sech den Uluru (Ayers Rock), een 348 m héije Monolith vun 8 km Ëmfank. 
Den héchste Bierg, den 2.228 m héije Mount Kosciusko, läit laanscht d'Ostküst am Great Dividing Range.

Aus dem haitegen Indonesien koumen d'Aboriginies ongeféier 70.000 - 50.000 v. Chr. op den australesche Kontinent an hunn en als éischt besidelt. Zu där Zäit muss hir Bevëlkerung aus ëm déi 300.000 Leit bestanen hunn. Si hunn d'ganzt Land bevëlkert a verschidde Sproochen a Kulturen entwéckelt.

Am 16. a 17. Joerhonnert hunn d'Spuenier, déi deemools déi gréisst Kolonialmuecht op der Welt waren, eng grouss Expeditioun aus dem Peru an de Süd-Pazifik geschéckt, mat der Hoffnung do op Gold ze falen. Wéi sech de Wonsch net erfëllt huet, hu se de Projet opginn, an hu sech vun deem Moment un och guer net méi mat dem Süd-Pazifik befaasst.

Ëm 1770 huet dunn de Kapitän James Cook d'Ostküst vun Australien erfuerscht a se fir déi brittesch Kroun a Besëtz geholl.

Wéinst der isoléierter Lag vun Australie si méi wéi 80 % vun den australesche Planzenaarten endemesch.
D'Landschaft gëtt vu méi wéi 600 verschidden Zorte vun Eukalyptusbeem (95 % vum Bambestand) markéiert.
Et sinn Akazien- an Eukalyptusaarten, déi do zu Honnerte virkommen. Wéinst der äerdgeschichtlecher Entwécklung liewen an Australien Beidelmamendéieren wéi Koalabieren, Känguruen an Urmamendéieren (Protheria) déi Eeër leeën, wéi zum Beispill d'Schnieweldéieren, (Ornithorhynchidae) an de Seechomessekéisécker (Tachyglossidae).

Australien ass ausserdeem e Paradäis fir Insekten a Reptiller. Déi meescht sinn harmlos, mä verschidde Spannen a Schlaange sinn héich gëfteg a liewensgeféierlech.
Schof, Päerd a Ranner ginn importéiert. 80 % vun de Mamendéieren, 47 % vun de Vullen, 89 % vun de Reptiller an 90 % vun de Spannendéieren an Insekte sinn eenzegaarteg.

Australien huet e bicameralt Parlament, dat aus engem Senat mat 76 Senatoren, déi nom Verhältneswalrecht fir 6 Joer bleiwen, an engem Representantenhaus mat 148 Membere besteet, dat all 3 Joer mëttels Preferenzwalen nei gewielt gëtt.

De Commonwealth of Australia besteht aus 6 Staaten: New South Wales, Queensland, Westaustralien, Südaustralien, Tasmanien, Victoria an zwéin Territoiren, Australian Capital Territory an Northern Territory.

Déi bedeitendst Exporter kommen aus der Landwirtschaft an aus dem Biergbau, z. B. Kuelen, Eisenäerz a Gold. D'Land ass ee vun de gréisste Randfleeschexporteuren. Gutt ee Véirel vun der ganzer Wollproduktioun vun der Welt kënnt aus Australien. 5 % vun der Bevëlkerung schafft an der Landwirtschaft, 25 % an der Industrie a 70 % am Dengschtleeschtungssecteur.

De Bruttoinlandprodukt leit bei 30.623 US$ pro Awunner (Stand: 2005)

Déi meescht Immigrante kommen aus Neiséiland, Groussbritannien a China. Et gëtt all Joer duerchnëttlech 91.000 Awanderer.

De Gebuertentaux leit bei 1,8 Kanner pro Fra.

D'Haaptsprooch ass Englesch, obschonn d'Australier och hiren eegenen Aussie-Slang benotzen. Donieft ginn nach weider 200 Sprooche geschwat.

De Schoulsystem vun Australien ass an d'Primärschoul an an d'Sekundärsschoul agedeelt. Schoulflicht besteet vum 6. bis zum 15. Liewensjoer. Wien op d'Universitéit wëll goe muss 10 - 12 Joer an d'Schoul virdru gaange sinn.

Déi eelst Universitéit, vun deenen 19, ass déi am Joer 1890 gegrënnten Universitéit vu Sydney.




#Article 181: Geschicht vun Australien (1659 words)


Virun ongeféier 96 Millioune Joer huet Australie sech vum Urkontinent Gondwana beim Ausenanerdrifte vun der Antarktis ofgespléckt.

Viru fofzegdausend Joer ass de Kontinent fir d'éischt vun den Aboriginies bewunnt ginn. Si sinn héchstwarscheinlech aus Südostasien eriwwerkomm a gehéieren zu den eelste Kulturen op der Welt.

De Begrëff Terra australis incognita gouf laang virun der Entdeckung vun Australie benotzt.

Wéinst der staarker Presenz vun den Hollänner an den indoneeseschen Häfen vu Bantam a Batavia (Jakarta), ass d'Entdeckung vun Australien séier eng Realitéit ginn. D'hollännesch Flott konnt déi Zäit op déi bescht Schëffer zréckgräifen, an huet et mat Hëllef vun deene relativ séier gepackt den éischter geféierleche Süd-Pazifik ze befueren. Géint dem Ufank vum Joer 1606 ass et dem Willem Janszoon gelongen d'Mierstrooss tëscht dem australesche Kontinent an Neiguinea z'ereechen. Den Detroit gëtt allerdéngs no dem spueneschen Fuerscher Luis Vaez de Torres, deen do ee Joer méi spéit laanschtkënnt, benannt. Duerch dem Janszoon seng Entdeckunge beschléissen d'Regierunge vu Batavia gréisser Expeditiounen an de Süd-Pazifik. Den Abel Tasman entdeckt doropshin d'Insel déi méi spéit ënnert sengem Numm bekannt gouf: Tasmanien.

Et gesäit am Ufank aus wéi wann de britteschen Asaz an Australien änlech verlafe sollt wéi dee vun de Spuenier oder vun den Hollänner. 1688 kënnt den englesche Fräibeiter William Dampier am Nord-Oste vun Australien un. Wéi hien nees an Englandwar konnt hien d'Autoritéiten iwwerzeegen, eng nei Expeditioun ze finanzéieren. Op senger zweeter Rees (1699-1700) schreift hien de komplettste Rapport iwwer den Inselkontinent vun där Zäit. De Rapport ass allerdéngs mat villen negativen Ausdréck gefëllt, an déi bréngen déi englesch Autoritéiten derzou, wärend bal 70 Joer näischt méi z'ënnerhuelen.

Fir Groussbritannien huet Australien e bedeitende strateegeschen Wäert, dee besonnesch nom Verloscht vun den amerikanesche Kolonien am Joer 1783 opfälleg gëtt. D'Kontroll iwwer de Kontinent offréiert Groussbritannien nämlech e wichtege militäreschen a kommerzielle Stëtzpunkt a sou gutt Méiglechkeete fir den Handel am Pazifik a méi generell, an Asien. 1776 gëtt de brittesche Gouvernement bekannt, datt et plangt, eng Prisongsinsel bei der Botany Bay opzemaachen. Den 13. Mee 1787, verléisst de Kapitän vun der Royal Navy Arthur Phillip England mat 759 Gefaangen. D'Schëff kënnt den 18. Januar 1788 bei der Botany Bay un, allerdéngs gefält et em do net gutt genuch, an hie mécht sech doropshin a Richtung Norden, bei Port Jackson, vun deem den James Cook scho geschwat hat, mä deen dunn awer nach net erfuerscht war. Port Jackson erweist sech als ee vun de beschten natierlechen Häfen op der Welt. De 26. Januar (deen haut den australeschen Nationalfeierdag ass), Australia Day) mécht en déi éischt europäesch Kolonie op. Déi Kolonie, dei vu Port Jackson aus gesinn, e bësse mei wäit eran am Land läit, gëtt Sydney gedeeft, nom Numm vum Staatssekretär, dem Lord Sydney, dee responsabel fir d'Pläng vun der Kolonisatioun war, .

Tëschent 1820 an 1880 duerchlieft Australien

Déi éischt europäesch Awanderer hunn eng wichteg Roll fir déi positiv Entwécklung vun der australescher Ekonomie gespillt; ausserdeem hannerloosse si eng Geschicht räich mat Mythen a Legenden, déi d'Imaginatioun vu villen australesche Schrëftsteller, Poeten a Moler beaflosst huet.

D'Westküst gëtt eréischt an den 90er Joren vum 19. Joerhonnert voll erschloss. Déi aner Kolonien gi gegrënnt, dorënner Victoria am Joer 1835, a Western Australia am Joer 1837. De ganze Kontinent ass awer weiderhin net ganz erfuerscht.

D'Biedem, déi niddreg Nidderschléi, an net zulescht déi repetitiv Dréchenten, hunn Australien sécherlech méi wei aner Länner dozou predestinéiert fir eng extensiv Véizuucht am Géigesaz zu enger Ubau-Agrikultur ze hunn. D'Entwécklung vun der Zuucht, ass eng vun de wichtege Grondlage vun der Kolonisatioun vum Distrikt vu Port Phillip, deen am Süde vun New South Wales läit, an déi an der zweeter Hallschent vun den 1830er Joren ofgeschloss gouf.

De Bau vu Melbourne fänkt am Joer 1835 un, an d'Stad entwéckelt sech dann och ganz séier. An de 40er Joren vum 19. Joerhonnert, verlaangen d'Kolonien ëmmer méi Onofhängegkeet. 1851 ass et da souwäit, den Distrikt vun Port Philip gëtt onofhängeg, a gëtt an Zukunft Victoria, mat der Haaptstad Melbourne, genannt.

Wärenddeem definéieren d'Véiziichter lues an lues d'Grenzen vun engem neie Staat, dem Queensland, mat der Haaptstad Brisbane. De Queensland gëtt 1859 vun New South Wales ofgetrennt.

Tëscht 1830 an 1850 hëlt d'Wollexportatioun staark zou, an de gehandelte Wäert geet vun 2 Millioune Pond op 41 erop.

Mam Ukommen vun neien Awanderer, a mat der Entwécklung vun den neien Haaptstied, vun deene jiddwereng de wichtegsten Hafen an der Ëmgéigend ass, fänken d'Australesch Staaten, an domat am Fong ganz Australien un, eng méi grouss Autonomie unzefroen.

Den Transfert vun der Muecht op d'Australesch Kolonien ass definitiv domat vereinfacht ginn, well Groussbritannien de System vum fräien Handel zum Schluss vun de 40er Jore vum 19. Joerhonnert adaptéiert huet. Dëse fräien Handel erkläert, datt Groussbritannien Wueren bëlleg um Internationalen Maart akafe kann, an dann och gewënnbréngend erëm verkafe kann. Domat ass den Inselstaat wesentlech manner ofhängeg vu senge Kolonien.

Dowéinst koum et zum Australien Colonies Act deen de Kolonien New South Wales, Victoria, Southern Australia a VanDiemens-Land, wat 1854 an Tasmanien ëmgedeeft gouf, eng autonom Regierung verschaaft. Am Joer 1855 ass d'Exekutiv dann an den Hänn vum Cabinet oder dem Ministerrot, dee virun de Lower Houses, vun deenen d'Memberen demokratesch gewielt goufen, responsabel ass.

De Goldrausch aus de 50er Jore vum 19. Joerhonnert bréngt eng staark Zounam vun der Populatioun mat sech. 1861 huet Australien bal 1.2 Milliounen Awunner, 3 mol méi wéi 1850. Déi meescht Immigrante kommen aus Groussbritannien, den USA oder Kanada.

All net wäissen Awanderer gëtt net akzeptéiert. Déi Politik ass esou populär, datt déi nei Regierung s'als eng vun den Nationalen Devisen am Joer 1901 unhëlt. Em 1860 sinn d'Goldoderen awer scho bal all um Enn, an obschonn Australie seng ekonomesch Situatioun an der Riicht halen kann, haaptsächlech wéinst dem nach ëmmer ganz grousse Wollexport, geet et mat dem Land biergof. D'Leit hannerfroen dann och der Regierung hir Politik, well deen zum Beispill nach ëmmer un der Eisebunn queesch duerch de Kontinent festhält, an där hire Bau vill Suen brauch.

An den Joren tëscht 1870 an 1880, a d'Gesellschaft gedeelt; déi eng sinn Unhänger vum Protektionismus déi aner vum fräien Handel. D'Zeitungen an d'Politiker sinn dann och an engem Dilemma wat fir enger vun den zwou Gruppe se Recht solle ginn. All dat, wéi och d'Jalousien zwëschent de verschiddenen australesche Staaten, verhënnert e gutt Zesummeschaffe bis ongeféier an d'Joer 1890

Ignoranz a puere Rassismus vu Säit vun der Bevëlkerung si fir vill Urawunner en Deel vum Alldag. Zwar hunn d'Aboriginies déi selwecht Rechter wéi all déi aner Australier vun enger anerer Ofstamung, mä dat gëllt allerdéngs nëmmen um Pabeier. 
Duerch d'Medie bedéngt gesi vill Australier d'Aboriginies als eng Aart Schandfleck, am Géigesaz zu den Touristen déi dacks an Australie kommen, fir eng vun deenen eelste Kulture kennen ze léieren. D'australesch Regierung gëtt zwar Milliarde vun Dollar fir d'Ënnerstëtzung vun den Aboriginies aus, mä fir e Kontrakt auszehandelen, wéi dat an anere Länner mat de selwechte Problemer besteet, ass si net bereet. No laangem streiden an de Gerichter, iwwert dee verluerenen Buedem vun den Uraustralier, hunn d'Riichter schlussendlech unerkannt, natierlech ënnert bestëmmte Bedéngungen, datt déi éischt Australier en Urusprooch ob Grond a Buedem kéinten hunn. Tëscht 1910 an 1970 huet de Begrëff geklaut Generatioun d'Ronn gemaach. Domat sinn d'Mischlingskanner gemengt, déi hiren Elteren ewechgeholl goufen an an Heemer koumen.
Vill Aboriginies leiden nach haut ënner Aarbechtslosegkeet, Alkoholproblemer an Zivilisatiounskrankheeten.

De séiere Wuesstem vun der Bevëlkerung an de Joren tëschent 1830 an 1860 dréit besonnesch zum Wuesstem vun de sechs Haaptstied bäi. D'Kolonien urbaniséiere sech ëmmer méi ronderëm d'Punkte vun deenen aus e puer Joerzéngter méi fréi d'Kolonisatioun ugefaangen huet.

Mam Ofhuele vun dem Goldofbau am Victoria souwéi an New South Wales, an den 1860'er Joren, gi vill Prospekteren an d'Stied hiert Gléck probéieren. Zum Schluss vum Joerhonnert si Sydney a Melbourne ënnert de gréisste Stied vun der Welt, och wann Australien weiderhin nëmme ganz schwaach bewunnt ass.

All déi aner Kolonië ginn als direkt Konkurrente gesinn, an nëmmen de Lien mat Groussbritannien ass vu gréisserer Wichtegkeet.

Den Éischte Weltkrich ass den ausschlaggebende Punkt fir déi richteg Unificatioun vun de 6 australesche Staaten zu engem grousse Staat dee sech senger Kraaft an Identitéit bewosst ass. Australien äntwert dem Opruff vun den Alliéierten a schéckt méi wéi 330.000 Zaldoten an de Krich. Méi wéi 60.000 Doudeger an 165.000 Blesséierter sinn déi markant Zuelen.

D'Pouvoiren déi der federaler Regierung per Konstitutioun zougetraut ginn, erlaben et eng staark, zentral Féierung ze hunn. Vun engem finanzielle Standpunkt aus gesinn, zitt Australien e Virdeel aus dem Éischte Weltkrich. Besonnesch d'Textil-, d'Automobilsindustrie an d'Siderurgie profitéieren. Doduerch verstäerkt sech och d'Positioun vun den australesche Produkter wéi zum Beispill der Woll, dem Weess, dem Kalleffleesch an dem Schofsfleesch op dem brittesche Marché.

E Konflikt an der nationalistescher Partei, déi vum William Morris Huges gegrënnt gi war, forcéiert en dann 1923 d'Muechtpositioun ze verloossen. De Stanley Melbourne Bruce, Chef vum konservative Fligel, gëtt neie Premier, mat Hëllef vun enger Koalitioun, mat als eenzegem seriéise Géigner, der Labor Party. Fir en änlechen Wuesstem wéi wärend dem Krich oprechtzeerhalen, probéiert d'Regierung Basisindustrien z'entwéckelen, mä déi grouss ekonomesch Depressioun vun den 30er Jore mécht hinnen e Stréch duerch d'Rechnung. D'Konsequenz vum Schwaarzen Donneschdeg huet dann och an Australie seng Affer gefuerdert, well d'ëffentlech an d'perséinlech Scholden zu enger Zäit méi grouss goufen an där de Chômage scho relativ héich war.

Bis zu der Liberatioun vun de Philippinneschen Inselen, benotzen d'alliéiert Truppen, ënner dem amerikanesche Generol MacArthur, Australien als Operatiounsbase. Obwuel d'Perte wesentlech manner schlëmm ware wéi wärend dem Éischte Weltkrich, waren d'Australier psychologesch méi ugeschloen, well zu all Moment eng Japanesch Invasioun gefaart gouf.

Mat der Victoire vun den Alliéirten am Korallemier am Joer 1942, gëtt déi Invasioun allerdéngs onméiglech. Eng weider Kéier adaptéiert sech d'australesch Ekonomie op déi Saachen déi vum Krich gefuerdert ginn. D'Industrie verwandelt sech an eng Transformatiouns-Industrie.

Den Curtin stierft am Joer 1945, an déi nei Regierung déi vum Joseph Benedict Chifley geleet gëtt, verbessert d'Relatiounen tëschent Australien an den USA mam ANZUS-Traité a mat Neiséiland als drëtte Partner.




#Article 182: Politik vun Australien (138 words)


Zanter 1996 ass eng Koalitiounsregierung zu Canberra un der Muecht. Si besteet aus der Liberaler Partei an der Nationaler Partei. Haut stellt Labour-Partei d'Oppositioun duer, déi virdrun 13 Joer laang regéiert huet.
Premierminister ass den John Howard.

Grondsätzlech gläicht de System vun der australescher Regierungspolitik dem Modell vun der liberaler Demokratie Groussbritannien an Nordamerika. Si huet donieft awer och eege Kennzeechen. 
D'Vollek wielt d'Parlament, dat an zwee gedeelt ass: d'Represententenhaus (House of Representatives) an den Senat (Senate)
Déi Partei déi d'Mehrheet huet am Represententenhaus stellt d'Regierung.
Ob Virschlag vun der Regierung ernennt Kinnigin Elisabeth II e Generalgouverneur. Dësen ernennt dann déi verschidde Ministeren déi him vum Premier virgeschloe ginn. Eng Legislaturperiod dauert maximum 3 Joer.

An Australien besteet Walpflicht. 
D'Representantenhaus an de Senat ginn no engem Preferenzsystem gewielt, woubäi all Kandidat enger Nummer op all Walziedel zougeuerdent gëtt.




#Article 183: Ekonomie vun Australien (621 words)


DEkonomie vun Australien ass eng vun de gréisste kapitalistesche Wirtschaften op der Welt, mat engem Bruttoinlandprodukt vun 1,488 Trilliarden USD (2013). D'Gesamtverméige vun Australien läit bei 6,4 Trilliarden USD. 2012 hat d'Land déi 12.-gréisst Ekonomie op der Welt (nominale BIP). Australien ass och den 19.-gréissten Importateur an den 19.-gréissten Exportateur.

Obwuel de Secteur vun der Agrikultur hautdesdaags bei wäitem net méi sou wichteg ass wéi fréier, hänkt awer nach ëmmer e groussen Deel vum Räichtum vum Land vun der Zuucht vu Randbéischten a vun der Landwirtschaft of. D'Traditioun, fir Béischte weeden ze loossen, ass zur Zäit vun der Kolonialisatioun gebuer ginn, wéi déi éischt spuenesch Schof aus Südafrika agefouert goufen. D'Weede breede sech haut op ongeféier 90 % vun der benotzbarer Fläch aus. Australien ass den éischte Produzent an Exportateur vu Woll op der Welt, besonnesch vun der Mérinos Woll, déi vu besserer Qualitéit ass. Trotzdeem maachen d'Beneficë vum Export vun der Woll haut nëmmen ongeféier 8 % vun den Totalbeneficer op der Exportatioun aus. Ongeféier d'Hallschent vun der Woll gëtt an New South Wales a Western Australia produzéiert. De Staat Victoria ass deen éischte Produzent vu Schofsfleesch.

All d'Staaten an Territoire vun Australien praktizéieren d'Véizuucht, mä Queensland ass den éischte Produzent, mat ongeféier 40 % vun der Kappzuel, déi am Ufank vun den 1990er Joren ongeféier 23,6 Millioune Käpp staark war.

Australien produzéiert grad sou gutt Fleesch- wéi och Mëllechartikelen. D'Mëllechindustrie ass haaptsächlech an dem Süd-Osten (besonnesch am Victoria) ze lokaliséieren, well et do méi reent. D'Farme sinn technologesch an der Spëtz vun deem wat sech haut maache léisst, am Géigesaz zu deem Bild, wat ee gär kritt, wann ee sech Sendungen iwwer den Outback ukuckt. Déi riseg Ranchen am Norden zum Beispill benotzen dacks Helikopteren a Motorrieder fir hir Träpp beieneen ze halen. Unfanks vun den 1990er Joren huet d'Randfleeschproduktioun bal 1,8 Milliounen Tonnen, an d'Mëllechproduktioun 7,3 Millioune Liter ausgemaach.

Obwuel nëmmen ongeféier 10 % vun der Gesammtfläch vun Australien fir cultures alimentaires ze gebrauche sinn, ass dëse Secteur ganz wichteg fir d'australesch Ekonomie. De Weess mécht ongeféier 45 % vun der ugebautener Fläch aus. D'Fudderplanzen an aner Fruuchtzorte maachen ongeféier 20 % aus. De Weessubau ass extreem mechaniséiert, a gëtt an alle Staate praktizéiert. Den Ubau ass awer och haaptsächlech am Süd-Osten a Süd-Westen ugesidelt. Allgemeng huet d'absolut Produktioun an de leschte Joren ëmmer méi ofgeholl, well d'Leit op nei, méi rentabel, Zorten ëmklammen.

Den Huewer, de Geescht, de Kar, de Mais an den Tubak spillen och eng wichteg Roll. Räis a Kotteng ginn haaptsächlech an der Reenzon ëm de Murrumbidgee Floss am Queensland an an New South Wales ugebaut. Den Zockerrouer-Ubau ass op Queensland an am Distrikt vu Richmond River an New South Wales beschränkt, well do de beschte Buedem ass. 1992 sinn ongeféier 20,3 Milliounen Tonnen Zockerrouer produzéiert ginn. Et gëtt och vill Friichten ugebaut, ënner anerem Äppel, Banannen, Drauwen, Orangen, Bieren, Ananassen a Papayaen. D'Haaptubaugebidder fir de Wäin sinn d'Däller vu Barossa a South Australia, den Hunter Valley an New South Wales a verschidde Regiounen a Victoria, besonnesch awer den Dall vum Murray-Floss.

D'Bëscher bedecken hautdesdaags nëmmen nach eng Fläch vun ongeféier 8 %. De Groussdeel vum Holz dat fir de Commerce bestëmmt ass, gëtt aus Nolenholzbëscher gewonnen. D'Eukalyptus-Holz gëtt haaptsächlech fir d'Miwwelproduktioun benotzt. Ongeféier 9.4 Milliounen Hektar si permanent geschützt.

D'australesch Waasserfläche bidden ongeféier 2000 verschiddenen Zorte vun Fësch, an enger Hellewull anere maritime Liewewiesen, e Liewensraum. D'Ausbeut vun de Waasserflächen duerch Fëscherei ass awer zimmlech kleng, mat ongeféier 225 000 Tonnen am Joer. Interessant ass an deem Sënn datt ongeféier 50 % vun de Recettë vun de Crustacéeë kommen.

Australien war bis zum Schluss vun den 1970er Joren eng vun de gréisste Walfänkernatiounen, mä huet zanterhier déi Aktivitéit, ausser fir wëssenschaftlech Zwecker, opginn.




#Article 184: Frankräich (1437 words)


Frankräich (amtlech: République française, Franséisch Republik) ass en demokrateschen, zentralisteschen Eenheetsstaat am Weste vun Europa. Frankräich huet Grenze mat der Belsch, Lëtzebuerg, Däitschland, der Schwäiz, Italien, Monaco, Spuenien an Andorra. D'Küste vu Frankräich ginn iwwer den Atlantik mam Äermelkanal an d'Mëttelmier. Nieft dem Territoire an Europa huet Frankräich och eng Partie Iwwerséigebidder an der Karibik (ë. a. d'Martinique, d'Guadeloupe an een Deel vu Saint-Martin), Südamerika (Franséisch Guyane), virun der Küst vun Nordamerika (Saint-Pierre-et-Miquelon), am Indeschen Ozean (d'Réunion, d'Insel Mayotte), am Pazifik (Tahiti, Clipperton, asw.) an an Ozeanien (Nei-Caledonien, asw.). Ausserdeem erhieft Frankräich en Usproch op en Deel vun der Antarktis (Terre Adélie an arktesch Gebidder am déiwe Süde vum Indeschen Ozean (ë. a. d'Kerguelen-Inselen).

Frankräich ass Grënnungsmember vun der UNO, wou et ee permanente Sëtz am Sécherheetsrot huet, vun der EU a vun der Atlantescher Allianz, respektiv NATO.

Am Ganzen huet dat „franséischt Mammeland” an Europa eng Fläch vu 543.965 km². Am franséische Landschaftsbild fënnt ee virun allem flaach Géigenden a kleng Hiwwelen am Norden a Westen. De Rescht ass mat Bierger bedeckt, Haaptbierger sinn d'Pyrenäen am Südwesten, de Massif central an d'Alpen am Südosten. Den héchste Bierg vu Frankräich - an och héchste Bierg vun den Alpen - ass de Mont Blanc (4.808 Meter). Wéinst senger Form gëtt Frankräich och l'Hexagone (Sechseck) genannt.

Déi mat Ofstand wichtegst a gréisst Stad a Frankräich ass d'Haaptstad Paräis mat ronn 12 Milliounen Awunner an der Agglomeratioun (Regioun Île-de-France). D'Groussraim ëm Marseille, Lille a Lyon hunn och méi wéi eng Millioun Awunner.

D'aktuellt Frankräich besteet gréisstendeels aus dem anticke Gallien. Den Numm kënnt allerdéngs vun engem germanesche Vollek, de Franken, déi sech op de Lännereie vum Réimesche Räich néiergelooss hunn.

Eng éischt richteg Dynastie, déi eng Partie Territoire ënner dem Regnum Francorum vereenegt huet, waren d'Merowenger mam Kinnek Clovis am Joer 486. Ënner sengen Ierwe gouf d'Frankeräich awer nach dacks opgedeelt, duerch d'merowengesch Ierfschaftspolitik no där d'Kinnekräich nom Doud vum Kinnek ënner all de Jongen opgedeelt gëtt.

Eng zweet Dynastie, d'Karolenger, konnte sech am 8. Joerhonnert behaapten, an ënner dem Karel dem Groussen koum et zu engem grousse Keeserräich. No sengem Doud gouf d'Räich alt erëm opgedeelt, an aus der Francia occidentalis gouf dat spéidert Frankräich (dFrancia orientalis gëtt zum haitegen Däitschland).

D'Karolenger konnte sech nach bis 987 um franséischen Troun behaapten, ier d'Kapetenger mam Hugues Capet un d'Muecht komm sinn. Nodeem mam Philippe IV. d'Valois um franséischen Troun souzen, si schlussendlech d'Bourbonen mam Henri IV. d'Kinneke vu Frankräich bis zu der Franséischer Revolutioun bliwwen.

D'19. Joerhonnert war vu verschiddene Regimme markéiert, no der Convention nationale, dem Directoire an dem Consulat huet sech den Napoleon zum Keeser kréine gelooss. 1815 gouf an der sougenannter Restauratioun d'Monarchie nees agefouert, mä dëse System konnt sech a Frankräich net méi duerchsetzen. No engem Second Empire sinn d'Fransousen nees zu enger Republik iwwergaangen, enger Regierungsform déi sech bis haut, mat der fënnefter Republik, behaapte konnt.

Frankräich ass eng zentralistesch organiséiert Demokratie mat engem semi-presidentielle Regierungssystem. An der Konstitutioun vun der V. Republik huet de Staatspresident, dee vum Vollek gewielt gëtt, eng staark Positioun. Hien ernennt de Premierminister an (op Rot vum Premierminister) déi aner Ministeren, huet vis-à-vis vu Gesetzesvirschléi vum Parlament e Veto-Recht, a kann d'Nationalversammlung opléisen. D'Parlament besteet aus zwou Kummeren, der Nationalversammlung (Assemblée nationale) mat 577 Deputéiert, déi vum Vollek gewielt ginn, an dem indirekt gewielte Senat mat 331 (no der Senatsreform 2010: 346) Memberen.

Aktuellen Präsident vun der Republik ass den Emmanuel Macron. Seng Partei LREM huet och eng Majoritéit an der Nationalversammlung (Assemblée nationale).

Am Senat hunn d'konservativ Parteien d'Majoritéit, ënnert anerem déi Republikaner.

Frankräich war 1949 Grënnungsmember vum Nordatlantiktraité a krut militäresche Schutz vun den USA. Wéi 1958 den de Gaulle un d'Muecht komm ass, hu sech d'Bezéiungen zu den USA, an zu der NATO, déi vun den USA dominéiert gouf, verännert. Ënner der Leedung vum de Gaulle huet sech Frankräich 1960 zu enger Atommuecht entwéckelt, an hat zanter 1965 mat der Force de Frappe och eng Atomsträitkraaft, déi 50 Fligere mat Atombommen an den Déngscht opgeholl huet. 1968 hat Frankräich schonn 18 Ofschossrampe fir Mëttelstreckerakéiten opgestallt, déi 1970 an 71 Atomsprengkäpp kruten. An de 70er Joren huet Frankräich seng Atommuecht och op d'Mier ausgebreet. Véier Atom-U-Booter hu jeeweils 16 atomar Mëttelstreckerakéiten.

An der aktueller Baussepolitik beméit sech Frankräich ëm gutt Relatioune mat sengem Noper Däitschland (Käreuropa) a steet zesumme mat den Däitschen der Virmuechtstellung vun den USA skeptesch géintiwwer. Duerch dës Skepsis ass Frankräich 1966 bis Mäerz 2009 aus der militärescher Organisatioun vun der NATO ausgetrueden, mä ass awer am politeschen Deel weiderhin integréiert bliwwen.

Dobäi kënnt och en Engagement nom Enn vun der Kolonialherrschaft an Afrika, wou Frankräich bis haut a ville Länner d'Uerdnungsmuecht bliwwen ass. Frankräich ass ausserdeem Member am UNO-Sécherheetsrot mat Vetorecht.

D'Doudesstrof gouf a Frankräich 1981 ofgeschaaft.

Frankräich ass a 26 Regiounen opgedeelt, déi hirersäits nees an 100 Departementer opgespléckt sinn. 22 vun deene Regioune sinn um europäesche Kärland (France métropolitaine), dorënner och d'Mëttelmierinsel Korsika, déi allerdéngs als Collectivité territoriale e Sonnerstatus huet. Déi aner véier Regioune bestinn aus jeeweils nëmmen engem Departement a ginn dohier Départements et régions d'outre-mer (D.R.O.M.) genannt (bis zu der Ännerung vun der Konstitutioun am Joer 2003 Départements d'outre-mer, Ofk. D.O.M.). Am Eenzelen handelt et sech heibäi ëm Guadeloupe (971), Martinique (972), Guyane (973), La Réunion (974) a Mayotte (976)

Donieft gëtt et

D'D.R.O.M. si wéi dat franséischt Kärland Member vun der EU, fir d'T.O.M. gëllt dat net. Gesetzer aus Frankräich gëllen an den T.O.M. nëmme wann dat ausdrécklech ernimmt gëtt.

Traditionell ass a Frankräich d'Wirtschaftspolitik vu staarke staatlechen Agrëffer beaflosst. Dobäi spillt virun allem den historesche Merkantilismus - besonnesch de Colbertismus - eng wichteg Roll.

Frankräich ass eng sougenannt Gemëscht Ekonomie, déi an de leschte Joren ëmmer méi dereguléiert a privatiséiert ginn ass. E staatleche Mindestloun, de SMIC, séchert den Ugestallten e Stonneloun vun 8,03 Euro. Schlësselindustrien, besonnesch d'Energiewirtschaft, sinn ënner staatlecher Kontroll. Frankräich ass e wichtege Produzent vun Atomstroum, Däitschland zielt zu de gréisste Clienten. A Frankräich ginn ongeféier 80 Prozent vum Elektresch mat Atomkraaftwierker produzéiert. Domat huet Frankräich nieft Litauen momentan  den héchste Prozentsaz un Atomstroumproduktioun op der Welt.

Wäin steet opgrond vun de ville Wäibaugebidder op fënnefter Plaz vun de franséischen Exporter: no Autoen, Fligeren, pharmazeutesche Produiten an Elektronik. Och den Tourismus spillt eng grouss Roll.

D'Bruttoinlandsprodukt (BIP) ass an der Moyenne vun 1995 bis 2005 ëm 2,1 % pro Joer an d'Luucht gaangen, an huet 2005 de Wäert vun 1.689,4 Milliarden Euro erreecht. Am Verglach mat dem BIP vun der EU kënnt Frankräich op en Index vun 111.4 (EU-25:100) (2003).1

Zum 1. Januar 2004 gouf d'Bevëlkerung, inkl. den Iwwerséigebidder, op 61,9 Millioune geschat. No Däitschland steet Frankräich an der EU domat op der zweeter Plaz, wat d'Bevëlkerungszuel ugeet. An der EU huet Frankräich e Bevëlkerungsundeel vun 13 %.

Am Joer 2003 koumen op 792.600 Gebuerten 560.300 Stierffäll, dat entsprécht engem Iwwerschoss vun 232.300 Persounen. 2004 louch de Gebuertentaux bei 1,9.
Den 1. Januar 2004 ware 16,2 % vun der Bevëlkerung méi al wéi 65 Joer, géintiwwer 14,6 % am Joer 1994. Am selwechten Zäitraum ass den Undeel vun de Leit ënner 20 vu 26,7 % op 25,3 % gefall.

D'Kannerstierflechkeet läit bei 4,29 ‰.

Den duerchschnëttleche männleche franséische Staatsbierger huet eng Liewenserwaardung vu 76,7 Joer, d'Frae kommen op 83,8 Joer.

Wéi a bal allen europäesche Staate gëtt et a Frankräich eng Bildungsflicht, déi am Géigesaz zu der Schoulflicht och duerch Hausunterrecht ofgeschloss ka ginn. A Frankräich gëtt et follgend Schoulformen:

Am Kader vun der europawäiter Harmoniséierung vun de Studien (Bologna-Prozess) gëtt och an de franséischen Héichschoulen den LMD-System agefouert. LMD bedeit, datt noenaner dLicence respektiv Bachelor (no 3 Joer), de Master (no 5 Joer) an en Doktorat (no 8 Joer) ofgeschloss kënne ginn. Déi national Diplomer falen domat ewech.

D'Awanderer vu verschiddenen Natiounen, virun allem aus Portugal, Osteuropa, dem Maghreb an allgemeng aus Afrika hunn hir Sprooche matbruecht. D'Zuel vun den Awanderer aus arabesche Länner gëtt op 4,5 Millioune geschat. Am Ënnerscheed zu den traditionelle Sprooche konzentréiere sech déi Sproochgemeinschafte besonnesch an de grousse Stied, mä et kann ee se kengem geneeë geographesche Gebitt zouuerdnen.

Frankräich ass offiziell e laizistesche Staat, dat heescht, Staat a Reliounsgemeinschafte si komplett vunenaner getrennt. Well vu staatlecher Säit keng Daten iwwer d'Reliounszougehéieregkeet vun den Awunner erhuewe ginn, berouen all Informatiounen iwwer eng konfessionell Zesummesetzung vun der Bevëlkerung op Schätzungen oder Informatioune vun de Reliounsgemeinschafte selwer. Dofir si follgend Zuele mat der néideger Virsiicht ze genéissen.

Frankräich dréit den Éierentitel, déi eelst Duechter vun der Kierch ze sinn. 496 huet sech de Kinnek Clovis (Chlodwig I.  Ludwig/Louis)) no enger Victoire géint d'Alemannen an der Schluecht vun Tolbiac (Zülpich) zum éischte chrëschtlechen Herrscher vun Europa ernannt, a sech deefe gelooss.




#Article 185: Belsch (1141 words)


DBelsch, offiziell dKinnekräich Belsch, ass e Land a Westeuropa. Et läit laanscht d'Nordmier a grenzt un Holland, Däitschland, Lëtzebuerg a Frankräich. D'Land erstreckt sech op enger Fläch vun 30.689  an huet eng Bevëlkerung vu ronn 11,5 Milliounen, wouduerch et dat 22. dichtst bewunnt Land op der Welt ass, an dat 6. an Europa, mat enger Bevëlkerungsdicht vun 376 pro Quadratkilometer.

Rechtlech ass d'Belsch e souveräne Staat an eng federal konstitutionell Monarchie mat engem parlamentaresche System. Hir institutionell Organisatioun ass komplex a souwuel op regionale wéi op sproochleche Grënn strukturéiert. Et ass an dräi héich autonom Regiounen opgedeelt: déi Flämesch Regioun am Norden, déi Wallounesch Regioun am Süden an d'Haaptstadregioun Bréissel am Zentrum. Bréissel ass déi klengst an am dichtst bewunnt Regioun, souwéi déi räichst Regioun wat de PIB pro Kapp ugeet.

Den Numm Belsch (Belgique, België) ass vum laténgesche Wuert Belgium ofgeleet, dat de Julius Cäsar a sengem Buch De Bello Gallico ëm d'Joer 55 v. Chr. ernimmt huet, fir d'Regioun ze beschreiwen.

Zanterhier gouf de De Begrëff Belsch (resp. Belgica, Belgae, Belgique, asw.) am Laf vun der Zäit fir eng méi oder wéineger grouss Géigend, respektiv fir verschidde Géigende gläichzäiteg, a fir ënnerschiddlech Mënschegruppe benotzt.

D'Belsch ass, mat Lëtzebuerg an Holland, en Deel vun den historeschen Nidderlanden. Vum Enn vum Mëttelalter bis an de 17. Joerhonnert war d'Gebitt vun der Belsch e wuelhabenden a kosmopoliteschen Zentrum vun Handel a Kultur. Tëschent dem 16. a fréie 19. Joerhonnert huet d'Belsch d'Schluechtfeld tëschent villen europäesche Muechte gedéngt, dowéinst huet d'Land de Spëtznumm d'Schluechtfeld vun Europa verdéngt; e Ruff duerch béid Weltkricher verstäerkt. D'Land ass am Joer 1830 no der Belscher Revolutioun als moderne Staat entstanen, wéi et vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden getrennt ass. De 4. Oktober 1830 huet d'Belsch hir Onofhängegkeet vun Holland erkläert.

D'Belsch war ee v un den éischte Länner, an deem d'Industriell Revolutioun zum Droe koum, wat sech besonnesch beim Verschaffe vu Kuel an Eisenäerz, laanscht d'Sambre an d'Meuse manifestéiert huet. Bis 1960 hat d'Belsch eng Rei vu Kolonien an Afrika, déi gréisst dovu war de Kongo. Déi zweet Hallschent vum 20. Joerhonnert war gepräägt vu klammende Spannungen tëschent den hollänneschsproochegen an de franséischsproochege Bierger, déi duerch sproochlech a kulturell Differenzen an ongerecht wirtschaftlech Entwécklung vu Flandern a Wallounien ugedriwwe goufen.

D'Belsch deelt sech Grenze mat Frankräich (620 km), Holland (450 km), Däitschland (167 km) a Lëtzebuerg (148 km). Seng Gesamtfläch - inklusiv Waasserfläch - sinn 30.528 km2; d'Landfläch elleng sinn 30.278 km2. Et läit tëscht de Breetegraden 49°30 an 51°30 N an de Längtegraden 2°33 a 6°24 E.

Zu de grousse geographesche Regioune vun der Belsch zielen d'Küsteplaine an den zentrale Plateau, déi am Nordwesten dominéieren, an d'Ardennen am Süden. Déi südlechst Spëtzt vum Land gehéiert nach zum Paräisser Baseng.

D'Klima ass temperéiert a maritim, mat bedeitendem Nidderschlag an alle Joreszäiten, wéi déi meescht Länner an Nordwesteuropa. D'Duerchschnëttstemperatur ass am niddregsten am Januar bei 3 °C an am héchsten am Juli bei 18 °C.

D'Belsch ass zanter 1992 e federale Staat, dee sech aus dräi Communautéiten an dräi Regiounen zesummesetzt.

Déi Regioune sinn d'Haaptstadregioun Bréissel, d'Flämesch Regioun an d'Wallounesch Regioun. Déi zwou lescht si jiddereng a jee fënnef Provënzen ënnerdeelt.

D'Communautéite baséieren op der Sprooch. Heibäi handelt sech ëm d'hollänneschsproocheg Flämesch Communautéit, d'franséischsproocheg Communautéit déi ongeféier 40 Prozent vun alle Belsch ausmécht an déi kleng däitschsproocheg Gemeinschaft an den Ostkantonen, déi ongeféier ee Prozent ausmécht. D'Haaptstadregioun Bréissel ass offiziell zweesproocheg (Franséisch an Hollännesch), och wa Franséisch déi dominant Sprooch ass.

D'Belsch ass eng konstitutionell Monarchie an eng federal parlamentaresch Demokratie. D'federaalt Parlament setzt sech aus dem Senat an der Representantechamber zesummen. An der Belsch gëllt d'Walflicht, dowéinst gëtt et eng vun den héchste Walbedeelegungen op der Welt.

Staatschef ass de Kinnek, aktuell de Kinnek Philippe, mä mat limitéierte Prerogativen. Hien designéiert d'Ministeren, dorënner de Premierminister, déi d'Vertraue vun der Representantechamber hunn, fir d'federal Regierung ze forméieren. De Regierungsrot besteet aus net méi wéi 15 Memberen. Mat der Ausnam vum Premierminister muss de Regierungsrot aus grad souvill franséischsproochege wéi hollänneschsproochege Ministere bestoen.

Zu de frankophone Parteien zielen d'Sozialistesch Partei, de Mouvement réformateur, d'Chrëschtdemokraten, déi Gréng an DéFI. Bei de Flammänner gëtt et d'Nei-Flammännesch Allianz (N-VA), d'Chrëschtdemokraten, d'Liberal Partei, d'Sozialdemokraten, déi Gréng an de Vlaams Belang.

D'Ekonomie vun der Belsch ass staark globaliséiert an d'Transportinfrastruktur ass gutt an de Rescht vun Europa integréiert. Dem Land säi strategesche Standuert am Häerz vun enger héich-industrialiséierter Regioun mécht et zu engem vun de Haapt-Handelslänner an zu engem vun de räichste Länner op der Welt. D'Wirtschaft charakteriséiert sech duerch eng produktiv Aarbechtskraaft, en héije PNB an héich Exporttauxe per capita. Der Belsch hir Haaptimporter si Réimaterialien, Maschinnen an Ekipementer, Chemikalien, Réidiamanten, Medikamenter, Liewensmëttel, Transportekipementer an Pëtrolsprodukter. D'Haaptexportgidder si Maschinnen an Ekipementer, Chemikalien, fäerdeg Diamenten, Metaller a Metallprodukter a Liewensmëttel.

Am Allgemengen ass d'belsch Wirtschaft extreem op Zerwisser orientéiert, mat enger dynamescher flammännescher Ekonomie an der Wirtschaft vu Wallounien, déi zanter der Strukturkris an der Schwéierindustrie nach ëmmer Krämpes huet, sech dovun z'erhuelen. Als ee vun de Grënnungsmembere vun der Europäescher Unioun ënnerstëtzt d'Belsch d'Iddi vun enger oppener Vollekswirtschaft an d'Erweidere vun de Kompetenze vun den EU-Institutioune fir nei Memberen an den europäesche Bannemaart ze integréieren. Zënter 1922, via d'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun, hunn d'Belsch a Lëtzebuerg e gemeinsame Bannemaart mat Zoll- a Wärungsunioun.

Ufank 2015 hat d'Belsch eng Bevëlkerung vun iwwer 11.190.000 Awunner. Dovun hu schonn 2004 97% als urban gegollt. D'Bevëlkerungsdicht ass 363,6 Awunner op de Quadratkilometer, woubäi deen Taux a Flandern méi héich an an den Ardennen am niddregsten ass. A Flandern hunn 2015 iwwer 6.437.000 Leit gelieft an d'Stied mat de meeschten Awunner waren Antwerpen (511.000), Gent (252.274) a Bruges (117.787). A Wallounien hunn 3.585.000 Leit gelieft a Charleroi (202.021), Léck (194.000) an Namouer (110.000) haten déi meeschten Awunner. D'Haaptstadregioun Bréissel hat 1.167.000 Awunner. Dräi aner Gemengen, nieft Bréissel selwer, an där Regioun haten iwwer 100.000 Awunner.

Besonnesch d'Kontributiounen an der Molerei an an der Architektur vu belsche Perséinlechkeete sinn ervirzehiewen, zum Beispill d'Molerei wärend der flammännescher Renaissance. Zu de bekannte flammännesche Moler zielen de Peter Paul Rubens, den Antoon van Dyck, de Pieter Bruegel den Eeleren an de Jan van Eyck. Kënschtler aus dem 20. Joerhonnert sinn de Wim Delvoye, de Constant Permeke, de René Magritte an de Paul Delvaux.

De Victor Horta war ee vun de bekanntste Jugendstil-Architekten.

De Belsch Adolphe Sax huet de Saxophon erfonnt. De Jacques Brel gëllt als ee vun de beschte Chansonnieren. Europawäite Succès am 21. Joerhonnert huet de Stromae.

Belsch Auteure sinn ënner anerem de Georges Simenon, d'Amélie Nothomb, den Hugo Claus, d'Suzanne Lilar an den Hendrik Conscience.

Och d'Bande dessinéeën hunn an der Belsch e besonnesche Stellewäert, mam Hergé (Tintin), dem Peyo (Schlumpfen), dem André Franquin (Gaston Lagaffe, Marsupilami), dem Dupa oder dem Morris (Lucky Luke).

Vill belsch Restaurante si renoméiert an et fënnt ee s'an de grousse Restaurantsguide wéi dem Guide Michelin.

D'Belsch ass bekannt fir hire Béier, Eisekuchen, Schockela a Fritten.




#Article 186: Éischt Hëllef (205 words)


Éischt Hëllef ass eng net-medezinesch Hëllef déi Persounen an ongléckleche Lagen zegutt kënnt.

Dobäi spillt et am éischte Moment keng Roll, ob déi Hëllef qualifizéiert ass oder net. Fir allerdéngs eng effektiv Éischt Hëllef kënnen unzebidden, kënnt en net dolaanscht e Cours matzemaachen. Dës Course gëtt et iwwerall an verschiddenen Ausféierungen op der Welt. E Cours an der Éischt Hëllef sollt ënner anerem follgend Punkten ëmfaassen:

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Rei Bestëmmungen zur Éischter Hëllef.

Nach ass e Cours an der Matière fir de Fürerschäin net obligatoresch. E Cours ass allerdéngs ëmmer vu Virdeel. D'Croix Rouge an d'Protection Civile bidden déi Course gratis an de Gemengen, Betriber an a Schoulen un.

De Slogan 3 Minutte fir e Liewen mécht dorop Referenz, dat bei akuten Noutfäll déi éischt 3 Minutten iwwer Liewen an Doud kënnen entscheeden, eng Zäit an där keng Ambulanz kann do sinn.

D'Gesetz seet, dat eng Persoun sech strofbar mécht, wa si net no beschtem Wëssen a Gewëssen hëlleft. Sollt een e Feeler bei enger Éischter Hëllef maachen an doduerch dem Patient Schued maachen, kann déi Persoun dofir net belaangt ginn.

En Éischt Hëllef Cours dauert zu Lëtzebuerg 14-mol zwou Stonnen a schléisst mat enger Prüfung an engem Diplom am Secourissem of.




#Article 187: Vakuummatratz (105 words)


Vakuummatratzen gëtt et virun allem an Ambulanzen.

Et ass eng Matt, déi mat klenge Kugele gefëllt ass. Op der Säit ass e Ventil, un dat een eng Pompel uschléisse kann, déi d'Loft aus dëser Matt eraussuckelt. Doduerch kommen d'Kugelen an der Matratz méi enk beieneen an d'Matratz gëtt steif. Dat ass besonnesch nëtzlech bei Persoune mat Knachebréch oder Blessen un der Wierbelsail well si doduerch kënnen immobiliséiert ginn an d'Gefor vu weidere Verletzungen beim Transport verhënnert gëtt.

Vakuumschinne sinn Apparater, déi aus enger duebeler Vakuumwand bestinn déi wéi eng Vakuummatratz mat Kugele gefëllt ass. An eng Vakuumschinn leet ee gebrache Kierperdeeler, fir se ze fixéiren.




#Article 188: Sonata Arctica (241 words)


Sonata Arctica ass eng finnesch Power Metal/Melodic Speed Metal-Band aus der klenger Stad Kemi.

Déi, ofgesi vun de Balladen, séier Lidder ginn deelweis vu melodeschen a sphäresche Keyboards dominéiert, wat dohier kënnt, datt hire Frontman a villsäitegen Sänger Tony Kakko ursprénglech den eenzege Keyboarder vun der Band war, doran awer entre-temps vum Henrik KlingenBerg ofgeléist gouf. Déi méistëmmeg Keyboards brénge besonnesch op de Live-Shows e spezielle Sound. Genee sou typesch fir dës Band sinn déi extreem séier Gittar-Soloen am typesche Power Metal Stil wéi en zum Beispill den Timo Tollki vu Stratovarius geprägt huet, bei deem pro Riff ëmmer nëmmen eng Säit ugeschloe gëtt, woubäi 5-8 Riffs pro Sekonn ganz normal sinn.

D'Band gouf 1996 ënner dem Numm Tricky Beans gegrënnt, huet deen Numm awer 1997 an Tricky Means ëmgeännert. Anscheinend hu si am Ufank Musek gemaach déi näischt mat Metal ze dinn hat.

Am selwechte Joer koum hiren éischten Album Ecliptica eraus. De Frontman Tony Kakko, dee bis dohi Keyboard gespillt a gesongen huet, huet beschloss sech elo primär op de Gesank ze konzentréiren. Als Remplaçant koum de Mikko Harkin dobäi. Wéineg spéider huet de Bassist d'Band verlooss a gouf duerch de Marko Paasikosi ersat.

Als nächsten huet de Mikko Harkin d'Grupp verlooss a gouf duerch den Henrik Klingenberg ersat. E Joer drop as hiren drëtten Album Winterhearts Guild erauskomm, am September 2004 de véierten, dee sech Reckoning Night nennt an deen als hiren experimentellsten an erwuessensten Album dominéire kann.




#Article 189: Franséisch Regioun (192 words)


Eng franséisch Regioun ass zugläich eng administrativ Opdeelung vum franséische Staatsgebitt, eng dezentral Gebittskierperschaft mat enger eegener juristescher Perséinlechkeet, e Walbezierk an en administrative Bezierk vun den dezentrale Staatsservicer.

D'Regioune goufen 1956 geschaf; 2015 goufen et der 27. Duerch d'Territorialreform sinn et der zanter dem 1. Januar 2016 nëmmen nach 18: 12 Regiounen an Europa wou och nach Korsika derbäi kënnt (gëtt net als Regioun bezeechent, mä huet awer déi selwecht Kompetenzen) a 5 Iwwerséiregiounen. Zu dësen zielt och den Departement Mayotte deen déi selwecht Kompetenze wéi eng Regioun huet, grad ewéi d'Guyane an d'Martinique déi allebéid eng eenzeg Gebittskierpeschaft (Regioun an Departement) hunn. Déi 5 Iwwerséigebidder gehéieren zur Europäescher Unioun, och wann se baussent Europa leien.

D'Regioune ginn engersäits vum Conseil régional (enger assemblée délibérante) an anersäits vum Conseil économique, social et environnemental régional (enger assemblée consultative) geréiert. Déi lescht genannte setzt sech zesummen aus de « forces vives » vun der Regioun an huet als Missioun fir hiren Avis zu verschiddenen Theemen ofzeginn, déi an d'Kompetenz vun der Regioun falen, ier dës dann un de Conseil régional virugeleet ginn. De President vum Conseil régional ass iwwerdeems d'Exekutivorgan vun der Regioun.

Lëscht vun de franséische Regiounen




#Article 190: Conseil vun der Europäescher Unioun (583 words)


De Conseil ass déi wichtegst Decisiounsinstanz vun der Europäescher Unioun. Hien ass et, deen (an de meeschte Fäll) zesumme mam Europäesche Parlament d'Reglementer an Direktiven unhëlt, déi dann an alle Memberstaate gëllen, respektiv mussen an nationaalt Recht transposéiert ginn.

De Conseil representéiert d'Memberstaate vun der EU doduerch, datt hei d'Ministeren aus de nationale Regierunge vun de Memberslänner beienee kommen. Et sinn ëmmer déi Ministeren, déi fir deen Dossier responsabel sinn, iwwer deen et ze decidéiere gëtt: geet et zum Beispill ëm eng Direktiv aus dem Ëmweltberäich, sinn et déi 27 Ëmweltministeren, déi am Ëmweltconseil doriwwer ofstëmmen.

Et gëtt am Ganzen néng Zesummesetzungen, an deenen de Conseil zesumme ka kommen:

All Minister schwätzt am Numm vu senger Regierung, an ass viru sengem nationale Parlament dofir verantwortlech, wat en am Conseil mécht. Et kënnt nawell vir, datt Ministeren doheem vun Direktive schwätzen, déi Bréissel decidéiert huet, an dobäi gär vergiessen, datt si selwer dës Decisioun matgedroen hunn.

De Conseil erfëllt sechs fundamental Funktiounen:

Déi véier éischt Responsabilitéite betreffe communautaire Sujeten, d. h. déijéineg, bei deenen d'Memberstaaten hir Souveränitéit doriwwer zesummegeluecht an den Institutioune vun der EU iwwerdroen hunn. Et seet een och alt éischte Pillier dozou.
Déi zwou lescht nennt een zweeten an drëtte Pillier vun der EU. Heibäi handelt et sech ëm Domainen, bei deenen d'Memberstaate weiderhin d'Soen hunn, mä tëschteneen (inter-gouvernemental) zesummeschaffen. Beim zweete Pillier ass dat z. B. en Arméikontingent vu 60.000 Leit, déi bannent kuerzer Zäit aus den nationalen Arméien zesummegezu ka ginn, fir a Krisegebitter geschéckt kënnen ze ginn. Deen drëtte betrëfft virun allem Zesummenaarbecht an Informatiounsaustausch bei Schwéierkriminalitéit, Drogenhandel, Geldwäscherei, Terrorissem, asw. Dës zwee Piliere sinn nach am Opbau.

De Conseil huet säi Sëtz zu Bréissel, am Justus-Lipsius-Gebai um Rond-point-Schuman, vis-à-vis vun der Europäescher Kommissioun. D'Ministere kommen do 9 Méint am Joer zesummen. Am Abrëll, Juni an Oktober hu se hir Reuniounen zu Lëtzebuerg.

All Memberstaat huet zu Bréissel eng permanent Ekipp (Representatioun), mat un der Spëtzt dem Ambassadeur bei der EU, déi seng Interesse verdeedegt.

Dës Ambassadeure kommen all Woch am COREPER (Comité des Représentants Permanents) zesummen, fir dem Conseil zouzeschaffen an d'Decisiounen déi en hëlt, ze preparéieren.

Fir datt kee Land sech soll vun engem anere bevirdeelegt villen, ännert dem Conseil seng Presidence all 6 Méint.

Dat heescht zum Beispill datt, wann am Hierscht 2008 d'Ëmweltministeren zesummekommen, de franséischen Ëmweltminister de Virsëtz huet.

Am Conseil gëtt ofgestëmmt. Dobäi huet e Land ëm sou méi Stëmme, wat et méi grouss ass, woubäi d'Gewiichtung liicht zugonschte vun deene méi klenge Länner geet.

Vum 1. Januar 2005 u sinn d'Stëmmen sou verdeelt:

Fir datt eng Propositioun ugeholl gëtt brauch se meeschtens eng qualifizéiert Majoritéit. Dës ass dann erreecht, wann op d'mannst d'Hallschent (heiansdo och zwee Drëttel) vun de Memberlänner dofir sinn an op d'mannst 232 Stëmmen zesummekommen (déi och nach 62% vun der EU-Populatioun musse representéieren).

Heiansdo, bei méi kriddelege Beräicher, wéi der Baussen- a Sécherheetspolitik, der Steierpolitik oder der Asyl- an Immigratiounspolitik, ass Unanimitéit gefrot; all 27 Länner mussen d'accord sinn. Dat heescht ëmgedréint, datt an dëse Beräicher all eenzele Memberstaat e Vetos-Recht huet.

De Conseil vun der Europäescher Unioun däerf net verwiesselt gi mam Europäesche Conseil, d. h. dem Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen, dee véiermol am Joer gehale gëtt fir déi grouss europäesch Theemen ze beschwätzen.

Och net ze verwiesselen ass e mam Europarot (op Franséisch: Conseil de l'Europe), dee säi Sëtz zu Stroossbuerg huet, an deen näischt direkt mat der EU ze dinn huet, mä eng international Organisatioun ass, där hir Memberschaft wäit doriwwer erausgeet.




#Article 191: Lëtzebuerger Kantonen (286 words)


Dës Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen ass en Deel vun de .

D'Kantone sinn eng Kreatioun vun der franséischer revolutionärer Herrschaft. Duerch e Beschloss vum 31. August 1795 si 37 Kantonen entstanen, dovun der 24 op d'mannst deelweis um haitege Staatsgebitt. Den 11. September 1795 koum awer schonn eng Reduktioun op 27 Kantonen, dovun der 12 op deem haitege Staatsterritoire. Den 22. Oktober 1796 an de 6. Mäerz 1802 koume weider Ännerungen, déi dunn awer scho relativ no bei deenen haitege louchen. No 1839 hunn déi zu Lëtzebuerg geschloe Gemenge vum Kanton Arel mat deene vum Kanton Käerjeng zum Kanton Capellen fusionéiert, de Kanton Beetebuerg gouf mat Deeler vum Kanton Messancy mä ouns d'Gemeng Dippech zum Kanton Esch-Uelzecht, de Kanton vu Rued respektiv Betzder gouf vum Kanton Gréiwemaacher absorbéiert, an aus dem Kanton Osper gouf de Kanton Réiden.

Vun 1857 bis 1867 hunn d'Kantone Miersch a Réiden zum Distrikt Miersch gehéiert, deen 1867 ofgeschaaft gouf.

Duerch d'Gemengefusioune kënnen d'Kantonsgrenzen änneren. Dat war schonn de Fall, wéi d'Gemenge Baastenduerf a Fouhren zur neier Gemeng Tandel fusionéiert hunn: de Kanton Veianen ass e wéineg méi grouss ginn, an de Kanton Dikrech e wéineg méi kleng.

Hautdesdaags huet d'Andeelung vum Land a Kantone keng administrativ Funktioun méi. Et gëtt weder Kantonaladministratiounen, nach Kantonalparlamenter oder Kantonalgeriichter. Just d'Stroossebauverwaltung huet an all Kanton eng Néierloossung, an den Enregistrement huet bis op Veianen iwwerall e Büro.

Dat war awer net ëmmer sou. Vum 11. September 1795 bis zum Akraafttriede vum Gesetz vum 12. Abrëll 1972 war all Kanton de Kompetenzberäich vun engem Friddensgeriicht. Donieft gouf et nach Milizkantonen, déi zanter dem 25. Juli 1846 mat de Justizkantonen iwwereneegestëmmt hunn, an déi an hirem Chef-lieu d'Louszéien an d'Musterung vun de Milizionären z'organiséieren haten.




#Article 192: Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis (928 words)


An dësem Artikel geet et ëm dGeschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis.

Mat deenen éischte Publikatiounen op Lëtzebuergesch huet sech vum selwen d'Fro vun der Orthographie vum Lëtzebuergesche gestallt.

Schonn den Antoine Meyer, deen als éischte Lëtzebuerger Literat gëllt, hat am Virwuurt vu sengem 1829 publizéierten E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus erkläert, wéi d'Lëtzebuergescht ze schreiwe wier. Genee wéi hien hu sech spéiderhin den Dicks, de Michel Lentz an de Michel Rodange hir perséinlech Orthographie op Mooss geschneidert. Heibäi ass besonnesch den Dicks mat sengem Versuch über die Orthographie der luxemburger deutschen Mundart z'ernimmen.

D'Kommissioun, déi dWörterbuch der luxemburgischen Mundart zesummegestallt huet, war sech dëser Lacune bewosst an huet eng eegen Orthographie ausgeschafft, déi, sou ass tëscht den Zeile vum Virwuert erauszeliesen, mat vill Krämpes entstanen ass. Se gëtt am selwechte Virwuert explizéiert.

Charakteristesch ass ë. a., datt bei den Diphthongen den zweete Laut méi kleng an no uewe versat geschriwwe gëtt (Kou, speit, liewen, lues) an de sch als š transkribéiert gëtt. Laang Vokaler gi mam Circonflexe markéiert (lâfen, môlen).

Den Nikolaus Welter a René Engelmann hunn 1910 eng weider, vereinfacht, Rechtschreiwung zesummegestallt. An der Sproochefuerschung ass si ënner der Bezeechnung Orthographie Welter-Engelmann bekannt. Si huet am Bichelchen Das Luxemburgische und sein Schrifttum vum Nikolas Welter eng dräi an eng hallef DIN A5-Säite ageholl. Do fanne mer och diakritesch Zeechen erëm, déi mer vun Dicks-Lentz-Rodange hier kennen, wéi z. B. den Hittche fir e laange Vokal ze markéieren, oder den Apostroph fir en Diphtong: Dûscht, Zâng, respektiv Le’w, wo'er.

Dës Schreifweis behandelt och schonn, wéi déi vun haut, den  respektiv den , anescht wéi déi aner Vokalen , ,  an .

An engem verständlechen Iwwerschwang vun Nationalismus gouf nom Zweete Weltkrich duerch en Arrêté ministériel vum 5. Juni 1946 eng nei Orthographie ënner dem Kierzel OLO propagéiert. OLO steet fir Offiziell Lëtzebuerger Orthographie, an hir geeschteg Päpp waren den deemolegen Erzéiungsminister Nicolas Margue an de Professer Jean Feltes.

Dës Schreifweis op reng phonetescher Basis (lezebuejer shreftshproogh, èèshteméch, metvogh, samshdéch, désharsh, mèrssi) 
huet bei de Leit, déi un dat an der Schoul geléierten däitscht Wuertbild gewinnt waren, keng Akzeptanz fonnt. Et gouf just e puer wéineg Publikatiounen, an deene se gebraucht gouf, a kee Schoulbuch, dat s'opgegraff hätt, obwuel se bis 1975 déi eenzeg richteg war.

Schonns deen éischte Volume vum Luxemburger Wörterbuch, deen 1950 erauskoum, war op enger neier Schreifweis opgebaut.

Am Kader vun der Section de linguistique de folklore et de toponymie vum Institut grand-ducal gouf 1935 eng Dictionnaireskommissioun ernannt, déi ënner dem Professer Joseph Tockert vun 1935 bis 1939 d'Viraarbechte fir dLuxemburger Wörterbuch geleescht huet, déi duerch den Amarsch vun Nazi-Däitschland ënnerbrach goufen. D'Kommissioun ass 1948 nei operstanen a gouf nom Doud vun hirem President, dem Joseph Tockert, den 19. Februar 1950, vun der Hélène Palgen weidergefouert a presidéiert.
 
Vun 1948 u louch d'Sekretariat an den Hänn vum Professer Robert Bruch. Seng jorelaang Fuerschungsaarbecht gouf 1955 vun der Sprooch-Sektioun vum Institut grand-ducal ënner dem Titel Précis de Grammaire Luxembourgeoise publizéiert. Si huet duerno d'Fëllement fir déi zwanzegjäreg Aarbecht vun der Dictionnaireskommissioun duergestallt a war och d'Basis fir den Arrêté ministériel vum 10. Oktober 1975, deen d'Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch - op der Basis vun der däitscher Rechtschreiwung - festgeluecht huet.

An der Reform duerch dat groussherzoglecht Reglement vum 30. Juli 1999 goufen e puer Detailer an der Orthographie vum Robert Bruch geännert. Virun allem goung et drëms, all deem Rechnung ze droen, wat sech haut als Ufuederung un d'Lëtzebuergescht riicht; eng Sprooch, déi jo bekanntlecherweis ëmmer méi an däitsch, franséisch, englesch an aner Wuertschätz glanne geet.

Déi wichtegst Ännerungen:

Am November 2019 huet den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch e Kompendium mat alle Reegelen erausbruecht, an deem och ewell d'Onkloerheete gereegelt sinn, déi bis dohi bestanen hunn
.

De Robert Bruch huet fréi agesinn, datt als Schrëftsprooch nëmmen eng Héichsprooch a Fro kéim; eng sougenannt Allgemeng Lëtzebuerger Ëmgankssprooch, eng Koinè, wéi hie se nom griichesche Wuert koinos fir gemeinsam gedeeft huet (bei de Griiche war d'Koinè eng gemeinsam Sprooch, déi sech ëm 400 viru Christus am ganze Mëttelmierraum bis an den noen Osten ausgebreet hat). Fir de Robert Bruch war et d'Lëtzebuerger Sprooch tëscht Dummeldeng a Miersch, also den Uelzechtdall erop, déi sech am beschten dofir gëeegent huet, als Standard-, als allgemeng Ëmgankssprooch ze gëllen, an op där eng Schreifweis opzebauen.

Dat heescht net, datt d'Dialekter vum Lëtzebuergesche mat der Bruch-Orthographie net ze schreiwe wieren, mä den Ënnerscheed tëscht der Koinè an den Ënnermondaarten ass duerch si méi däitlech gezeechent ginn, wat besonnesch fir d'Schrëftsprooch an och fir d'Literatur op Lëtzebuergesch e Virdeel ass.

Dat bréngt eis och zur prinzipieller Fro vun der Noutwennegkeet vun enger Orthographie fir d'Lëtzebuergescht.

 
An dësem Kontext soll een och net aus den Ae verléieren, datt déi Lëtzebuerger Sprooch wuel eng kleng, an eisem eegene Land awer beileiwe keng Minoritéitesprooch ass. Et ass nach net sou laang hier, datt och de Premier gesot huet, d'Integratioun vun ede auslännesche Matbierger géif iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch geschéien an net iwwer eng aner.

Eng Sprooch mat enger fixer Orthographie ass méi liicht ze schreiwen, a gëtt dofir och léiwer geschriwwen. De Wuertschaz bleift och quantitativ méi konstant, an d'Wierder änneren hiert Gesiicht net all puer Joerzéngten, eppes wat fréier zu Dosende vu regionalen a lokale Wuertvariétéite gefouert huet (z. B.: gedoen, gedon, gedongen, gedinn, gedunn; gemaacht, gemaach, gemat, gemeet).

Och déi literaresch Kreatioun huet bei enger fester Orthographie Virdeeler.

Zanter 2006 gëtt et e Spellchecker, deen ënner enger fräier Lizenz steet an dorop ausgeluecht ass, mat de gängegen Open-Source-Programmer ze funktionéieren (OpenOffice, Mozilla Thunderbird, asw.). Dësen Utilitär ënner dem Numm spellchecker.lu gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt.




#Article 193: Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch (3430 words)


An dësem Artikel geet et ëm dGeschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Déi Fro, déi deene Meeschten e Liewe laang um Häerz an och um Mo läit, ass déi, ob d'Lëtzebuergescht wierklech eng Sprooch ass oder nëmmen en däitschen Dialekt, well dat héiert ee jo dacks genuch. Un zwee zäitversate Beispiller well ech beweisen, datt d'Äntwert net liicht ass: Déi sougenannt Siwebierger Sachsen, déi am 12. Joerhonnert aus eise Géigenden, tëscht Flandern an Elsass, fort an Transsylvanien (deemols am Kinnekräich Ungarn, zanter dem Enn vum Éischte Weltkrich a Rumänien) – ausgewandert sinn, schwätzen haut nach zu e puer dausend eng Sprooch, déi een - no 900 Joer - kéint fir en Éisleker Dialekt halen.

Un der Thees vum däitschen Dialekt oder Platt ass natierlech eppes drun. D'Wuerzele vun eiser Sprooch reeche wäit zréck bis an d'Zäit ëm 600 no Christus an an d'Gebitt vun de Franken; méi prezis (besonnesch am Éislek) vun de Ripuarier, engem rhein-fränkesche Stamm; a soss am Land bei déi westfränkesch Salier, déi am Laf vun hirer Vëlkerwanderung den Tour iwwer de Paräisser Raum gemaach an an hirer fränkescher Sprooch e Koup vu gallo-romaneschen Aflëss erlieft hunn (dat ass zumann[wat heescht zumann?] d'Thees vum Robert Bruch, eng Opfaassung, déi haut awer net méi onëmstridden ass).

Datt dëst awer nëmmen eng vun eise Wuerzelen ass, kann ee liicht beweisen: Mir louchen a leien no bei Frankräich a bei Wallounien, d'Grofe vu Lëtzebuerg waren op de romanesche Kulturraum ausgeriicht, dat aalt Herzogtum hat däitsch- awer och wallounesch Deeler, a schonn am 12. Joerhonnert, spéitstens awer mam Ufank vun der sougenannter Friemherrschaft, also am 15. Joerhonnert ënner de Burgunder, gouf de romaneschen Afloss systematesch. Ënner der zweemoleger Herrschaft vun de Fransousen, vun 1684-1698 an duerno bei der Franséischer Revolutioun an ënner dem Napoleon, 1795-1814, koumen net nëmme vill franséisch Wierder an eis Sprooch, mä d'Franséischt gouf direkt eis Amtssprooch, denke mer nëmmen un de Code Napoléon, deen zum Deel haut nach gëllt.

Datt eis westmuselfränkesch Sprooch ganz allgemeng duerch déi 400-järeg Herrschaft vun de Burgunder, de spueneschen Habsburger, de franséische Kinneken, den éisträicheschen Habsburger, an um Enn, schonn an der sougenannter Entloossung an d'Onofhängketkeet 1815 an 1839, och nach vun den Hollänner an de Preise beaflosst a geformt gouf, steet fest. Dat léisst ee begräifen, datt hei am Laf vun de Joerhonnerten eng eegestänneg Sprooch entstanen ass, déi mat engem renge fränkeschen Dialekt net méi vill ze doen huet. Eréischt 1867, bei der Schläifung vun der Festung, sinn déi lescht Friem – d'Preisen, wéi mer haut dacks nach ouni Nuance fir all Däitsche soen - iwwer Musel, Sauer an Our heemgezunn. A wann der haut engem vun Tréier sot: Hatt hat säi Portmonni nees um Büffet trëlle gelooss, oder Mäin Nëwwi huet um Pallier eng rar Kollektioun vu Pottschampe stoen, da versteet dee vun Tréier kee Wuert.

Vergiesse mer eppes net: Lëtzebuerg war bis 1839 kee Staat an nach manner eng Natioun mat engem Nationalitéitsgefill. Dat Gefill ass eréischt lues a lues gewuess. D'Sprooch vun de Lëtzebuerger – e westfränkeschen Taartebuedem also, mat allméigleche galloromanesche bis franséische Garnituren - war eng Sprooch fir den Alldag; fir ze schwätzen, net fir ze schreiwen a scho guer net, fir Literatur ze produzéieren. Déi Räich an déi Déck hunn ënner sech dacks franséisch an däitsch geschwat, d'Lëtzebuergescht war d'Sprooch iwwer Land, d'Sprooch vun de klengen, ongebiltene Leit, ni geschriwwen, ni festgehalen, well gewuess vu Géigend zu Géigend, vun Duerf zu Duerf, an dat erkläert och – net ganz, mä zum gudden Deel – firwat mer haut nach op knapps 90 x 70 km eng Onmass vu verschidde regionalen a lokalen Ënnermondaarten hunn. Déi Ettelbrécker schwätzen anescht wéi déi Dikrecher, Housener ass net Maarnecher, an um Wormer Berreg schwätze s'anescht wéi ënnen am Duerf. Et war keng Rechtschreiwung a keng Literatur do, déi d'Sprooch festgehalen, gebonnen, kanaliséiert hätt.

D'Schrëft-Lëtzebuergesch daucht ongeféier op, wéi d'Land onofhängeg gouf, respektiv kuerz virdrun. En éischt an eenzegt Dokument vu lëtzebuergescher Literatur, wann ee sou wëllt, staamt allerdéngs schonn aus dem 13. Joerhonnert. Et ass dYolanda-Lied, d'Beschreiwung a ronn 6.000 Verse vum Liewe vun der Veianer Grofenduechter Yolanda, déi géint de Wëlle vun hiren Elteren, géint all Intrigen an hochzäitspolitesch Spekulatiounen an d'Klouschter Mariendall goung; en Epos, dat de Brudder Hermann vu Veldenz 1231-1283 - op muselfränkesch - niddergeschriwwen huet – an eiser Ursprooch, an enger Sprooch, déi mat där vun de leschte Joerhonnerten an där vun haut sou gutt wéi näischt méi ze doen huet.

D'Schrëft-Lëtzebuergesch aus de leschten zwee Joerhonnerten hu mer net de Sproochgeléierten a Linguisten, mä de Literaten ze verdanken; de klengen a manner klenge Schreiwer a Schrëftsteller, déi sech erkéngt hunn, Literatur ze produzéieren. Ech schécken nach eng Kéier viraus, datt vun enger Orthographie nach keng Ried goung; a wat fir enger Sprooch wier déi och festgehale ginn, bei all deenen Ënnerdialekter?

Gemengerhand gëtt gesot, eis Literatur wier 1839 mat der Onofhängegkeet vum Land gebuer; dat stëmmt nëmmen zum Deel. De Gréivemacher Spillmann Mathias Schou, méi bekannt ënner dem Numm De blannen Theis, dee vun 1747 - 1824 gelieft huet, hannerléisst eis well eng Partie Liddercher, déi hien zum Deel opgeschriwwen an zum Deel och selwer verfaasst huet; Hopp Marjänn, Zu Arel op der Knippchen, Et leeft eng Geess iwwer d'Hesprenger Bréck, fir nëmmen déi ze nennen. Vun engem Jacob Diedenhoven, dee vun 1809 - 1868 gelieft huet, kenne mer dat zimmlech frivolt Gedicht De Bittgank no Conter, an 1829, also nach ëmmer 10 Joer virun der Onofhängegkeet, publizéiert den Antoine Meyer, dee vun 1801 – 1847 gelieft huet, e Gedichtband op Lëtzebuergesch: E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus.

Richteg awer ass, datt mat der Onofhängegkeet och d'Zesummegehéiregkeetsgefill oder d'Nationalgefill opkoum. D'Vollék am neie Staat war nach keng Natioun, et ass et awer, net zulescht duerch eis dräi sougenannt Nationaldichter Dicks, Lentz a Rodange ginn. Dobäi sinn déi dräi beileiwen net an een Dëppen ze geheien.

Deen eelsten ass de Michel Lentz, dee vun 1820 bis 1893 gelieft huet. En ass am haitegen Hotel Schintgen an der Ënneschtgaass gebuer an ass och do, als pensionéierte Staatsbeamte vun der Chambre des comptes, gestuerwen. Eigentlech huet hien nëmme Gedichter geschriwwen, vun deenen der awer vill vertount goufen an zum Deel haut nach gesonge ginn: D'Margréitchen, Wéi meng Mamm nach huet gesponnen, Iwwer mir net ee Stierchen, Vu mengem Dueref goung ech hier, besonnesch awer de Feierwon, eis éischt inoffiziell Nationalhymn an natierlech och eis Heemecht, wou d'Uelzecht duerech d'Wisen zitt, e Lidd, vun deem haut déi 1. an déi 4. Strof eis offiziell Nationalhymn duerstellen.

Den Edmond de la Fontaine, dee mer besser als Dicks kennen, ass 1823, also dräi Joer méi spéit gebuer ass 1891, an zwee Joer virum Michel Lentz, gestuerwen. Dem Friddensriichter vu Beruff verdanke mer eng Partie Gedichter, dorënner De Wëllefchen an de Fisschen, mä virun allem de Lëtzebuerger Theater. Säi Stéck De Scholdschäin ass dat éischt Stéck a Lëtzebuerger Sprooch a gëtt haut nach, meeschtens zesumme mat der Mumm Séis, dem Dicks säi bekanntste Stéck, opgefouert. E puer aner Stéker vun him sinn Op der Juegd, D'Kiermesgäscht an De Ramplassang, alles Kaméidestécker mat Gesank, eis éischt sougenannt Operetten.

Dicks a Lentz, hu sech gutt kannt a waren och zesummen am Comité vum Turnveräin Gym. D'Gym huet d'Stécker vum Dicks gespillt, an heisndo huet de Lentz souguer Regie gefouert. Et stëmmt also net, datt déi zwéin sech net leide konnten, och wa se mol iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch Kaméidi mateneen haten. D'Sprooch huet se wierklech ënnerscheet: den Dicks wousst als Friddensriichter wéi de Lëtzebuerger d'Maul gewuess wier, mä de Lentz huet gemengt, e misst wéi e Grandseigneur a Superpatriot schreiwen. Dat huet den Dicks him am Gedicht De Volleksdichter virgehäit, wou en dra seet Kuck, wou s de stees a wou s de bass, den Zolverknapps ass kee Parnass.

De Michel Rodange ass 1827 gebuer; siwe Joer nom Lentz a véier Joer nom Dicks. Gestuerwen ass e schonn 1876 am Alter vun nëmmen 49 Joer; 17 Joer virum Lentz a 15 Joer virum Dicks. Firwat dës genee Zuelen? Dicks a Lentz krute schonn 1903, d. h. 12, resp. 10 Joer no hirem Doud e gemeinsaamt Monument op der Plëssdaarm opgeriicht, mä et huet nom Doud vum Rodange 52 Joer, also méi wéi en halleft Joerhonnert gedauert, bis se him dee klenge Fiisschen um Knuedler vergonnt hunn. Nëmmen dräi Wierker vun him siefe genannt: D'Theaterstéck Dem Grof Siegfried seng Goldkummer, dat laangt Gedicht Dem Léiweckerchen säi Lidd, mä dann natierlech säi Liewenswierk, den Renert. Déi zwéi biergerlech Dichter Lentz an Dicks hu wuel vum Rodange gewosst, mä se hu kee Kontakt mat him gesicht, se hunn en noweislech ni ernimmt, se hu souguer säin Doud doutgeschwigen. Haut wësse mer – och wann dat de Rodange näischt méi dénge kann – datt de Rodange héich iwwer deenen anere béide steet, mä zu Liefzäite vun deenen dräi haten d'Leit léiwer de liichte Kascht vum Dicks, déi patriotesch Gefiller vum Lentz, as wéi dem kranke Rodange seng sozialkritesch Téin vis-à-vis vun der Politik an dem allgemenge Misär vun de klenge Leit, déi vun Honger zu Dausenden an Amerika ausgewandert sinn. Wéi hat de Lentz iwwer d'Land geschriwwen: Wéi wunnt et sech sou heemleg dran, wéi ass 't sou gutt doheem. Ma jëmmen!

Dës Dräi hunn déi jonk Lëtzebuerger Literatur sou geprägt, datt an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert net vill Neies oder Besseres nokoum. E puer Leit muss een awer nennen: De Fabréckshär an Theaterschreiwer André Duchscher, deen exklusiv an der Iechternacher Ënnermondaart geschriwwen huet, de Batty Weber, deen nieft aneren Theaterstécker besonnesch eis éischt grouss Tragedie De Schéifer vun Aasselburn verfaasst huet, de Steeseler Willy Goergen, dee méi fir seng Kannergedichter bekannt ass, an deem säi Jong, de Max Goergen, dee fir e gudde Vollekstheater gesuergt huet; Stécker, déi virum Zweete Weltkrich an och nach duerno reegelméisseg gespillt goufen; sou D'Meedche vu Gëtzen oder D'Schmattslisy. Dëst ass awer och d'Zäit vun den éischte Satiriker, wéi den Auguste Liesch, deem mer d'Maus Ketti verdanken, an de Putty Stein.

D'Zäit nom Zweete Weltkrich bréngt eng reegelrecht Explosioun an der Lëtzebuerger Literatur mat sech. Nei Leit ginn nei Weeër a maachen eis Literatur salonfäeg, soudatt se sech haut roueg mat Literature vun anere Länner moosse kann. Nëmmen e puer Nimm siefe genannt: Marcel Reuland, Tit Schroeder, Pol Greisch, Roger Manderscheid, Henri Losch, Josy Braun, Guy Rewenig a Jhemp Hoscheit, nieft Satiriker wéi Pir Kremer, Pol Pütz oder Jemp Schuster. Och d'Kannerliteratur entwéckelt sech op eng imprerssionant Manéier. De Lëtzebuerger Schrëftstellerverband zielt haut ronn 80 Memberen, vun deenen der ongeféier 20 all Joer oder bal all Joer mat engem neie Buch op de Maart kommen. 

Mir wëssen, dat geschwatent Lëtzebuergescht ass al, dat geschriwwent jonk. D'Sprooch an all hiren Ënnermondaarte war eng Gebrauchssprooch fir den Alldag, net fir d'Literatur oder fir op offizielle Plazen ze gebrauchen. Den 9. Dezember 1896 hält de Caspar Mathias Spoo ( als zweeten, nom Charles Mathias André, 1848) eng Ried op Lëtzebuergesch an der Chamber, wou jo nëmme franséisch geschwat gouf. Awer de Spoo hat keen Erfolleg mat deem Versuch, an 't ass nach guer net sou laang hier, datt et eng Selbstverständlechkeet ass, am Parlament Lëtzebuergesch ze schwätzen. 1912 ass d'Lëtzebuergescht an der Primärschoul agefouert ginn, haut gëtt et och eng Lëtzebuergeschstonn op Septième, mä fréier wéi haut - an ob an der Primärschoul oder am Postprimaire -, gëtt d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Lëtzebuerger Literatur op eng Manéier behandelt, déi an Europa eenzegaarteg ass. Kee Land huet sou en zerrassent Verhältnes zur eegener Mammesprooch wéi Lëtzebuerg. Dat Verhältnes ass historesch z'erklären, wat awer net heescht, datt et net ze verbessere wier.

Wéi bis ugefaange gouf, op Lëtzebuergesch ze schreiwen an ze dichten, du war och de Wonsch no enger eegener Orthographie, no enger Lëtzebuerger Rechtschreiwung do, a schonn den Antoine Meyer, deen als éischte Lëtzebuerger Literat gëllt, huet 1829 hannen a sengem Gedichtbändchen E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus eng Method publizéiert, wéi hie Lëtzebuergesch schreift. Dicks, Lentz a Rodange haten hir eege Schreifweisen entwéckelt, besonnesch den Dicks huet sech mat sengem Versuch über die Orthographie der luxemburger deutschen Mundart ervirgedoen.

Et huet awer bis 1910 gedauert, ier déi éischt wierklech Orthographie vum Nikolaus Welter a vum René Engelmann entwéckelt gouf. Se ass am Bichelchen Das Luxemburgische und sein Schrifttum vum Nikolaus Welter festgehalen, an 't ass déi Orthographie, an där mer déi diakritesch Zeechen vun Dicks-Lentz-Rodange, z. B. den Hittchen op Zâng, Dûscht, oder den Apostroph bei wo'er, Le'w, erëmfannen en halleft Joerhonnert laang, also nach bis nom 2. Weltkrich, geschriwwe gouf, ouni jeemools als offiziell erkläert ginn ze sinn. Se gouf eréischt vun der Orthographie vum Robert Bruch, an där mir haut schreiwen, ofgeléist, an där mer awer ganz vill Elementer aus der Orthographie Welter-Engelmann erëmfannen.

Virum Robert Bruch senger Orthographie gouf et awer nach eng aner Schreifweis, an déi ass 1946, also direkt nom Krich duerch en Arrêté Ministériel zu der Offizieller Lëtzebuerger Schreifweis deklaréiert ginn. OLO, T ofizièl lezebuurjer ortografi ( D'Offiziell Lëtzebuerger Orthographie) gouf dat genannt, wat den Nicolas Margue an de Jean Feltes sech do ausgeduecht haten, an iwwer dat d'ganzt Land haart gelaacht huet. Firwat? Dës Schreifweis war geduecht, fir, an engem verständlechen Iwwerschwang vun de nationalistesche Gefiller, wäit vun Nazidäitschland ewechzekommen, no bei d'Amerikaner ze réckelen, den sch z. B. als sh ze schreiwen, mä déi zwéin Hären hate vergiess, datt mir germanesch Sproochwuerzelen hunn a vu Kandsbeen un un déi däitsch Rechtschreiwung gewinnt goufen. An engem Wuert, et war keng Akzeptanz do, d'Leit hunn déi OLO-Schreifweis op reng phonetescher Basis net gewollt an hunn déi al vum Nikolaus Welter einfach virugeschriwwen.

De Professer a Linguist Robert Bruch huet 1955 am Institut grand-ducal ënner dem Titel Précis de Grammaire Luxembourgeoise eng lëtzebuergesch Grammatik publizéiert. D'Rechtschreiwung aus dëser Grammatik gouf d'Basis fir d'Schreifweis vum sougenannten Lëtzebuerger Dictionnaire, deen eng Kommissioun, an där de Robert Bruch am Ufank Sekretär war, an engem Zäitraum vu méi wéi 20 Joer ausgeschafft huet. 1975 gouf dës Schreifweis – zu eiser offizieller Schreifweis deklaréiert an 1984, wéi d'Lëtzebuerger Sprooch och offiziell zu eiser drëtter Nationalsprooch erhuewe gouf, am Memorial engem méi breede Publikum nobruecht.

De Robert Bruch huet och de Begrëff geschaf vun der Koinè, e griichescht Wuert fir eis Allgemeng Lëtzebuerger Ëmgankssprooch, nom griichesche Wuert koinos – gemeinsam/zesummen. Ech sot et schonn, am Ländche schwätze mer eng Onmass Ënnerdialekter, an de Robert Bruch huet gespiert, datt mir sou eppes wéi das Hochdeutsche, eeben eng allgemeng Lëtzebuerger Sprooch a Rechtschreiwung bräichten. Seng Studien hunn hien dozou bruecht, ze soen, datt dat ganz normaalt Lëtzebuergescht (ouni awer prezis Critèren opzestellen) fir hien am Uelzechtdall tëscht Dummeldeng a Miersch geschwat géif (also an den Dierfer wéi Walfer, Heeschdref, Luerenzweiler a Lëntgen op der rietser a Steesel, Hënsdref, Pretten a Gousseldeng op der lénkser Säit vun der Uelzecht), an hien huet déi Sprooch als Parameter fir dat offiziellt Lëtzebuergescht geholl. En Iertum wier et awer elo, ze mengen, et däerft een also nëmme méi an der Koinè schreiwen; de Contraire ass richteg, well dem Robert Bruch seng Orthographie erlaabt et, an all eisen Ënnermondaarten ze schreiwen; dKoinè ass eenzeg an eleng do, fir Leit déi, sief et als Schrëftsteller oder och als Verfaasser vun offiziellen Texter, eng allgemeng Sprooch brauchen a fir d'Sprooch no baussen ze stabiliséieren.

Sou herrlech Ënnermondaarte wéi déi vun Iechternach, Veianen, Klierf oder Réimech opzeginn, wier eng Veraarmung vun eiser Sprooch.

Dem Robert Bruch seng Orthographie ass also déi, déi mer haut schreiwen. Allerdéngs huet den CPLL, de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, als Nofollger vun der fréierer Dictionnaireskommissioun, den 30. Juli 1999 eng kleng Reform um Robert Bruch senger Schreifweis virgeholl. Verschidde Saache si geännert, vereinfacht oder bäigefléckt ginn. De Robert Bruch hat net un alles geduecht, wat verständlech ass, well eng Sprooch sech jo och ëmmer weider entwéckelt, a mir musse wëssen, wéi ee 50 Joer méi spéit Saache schreift wéi Rondpoints-Schëld, Saumon-fumés-Schnittercher oder One-man-showen. Dës kombinatoresch Flexibilitéit um Niveau vun den zesummegesate Wierder huet de Jérôme Lulling a sengem Mémoire de D.E.A. (1997) iwwer déi lexikalesch Kreativitéit vum Lëtzebuergesche beschriwwen, duerno nach eng Kéier méi am Detail a senger Dokterthees (2002). A sengem Artikel Quelques réflexions sur les modifications orthographiques proposées par le Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CPLL) dans leur document de discussion de mars 1999 (03/1999) huet hien den CPLL op d'Resultater vu senge Recherchen opmierksam gemaach an och op d'Aarbechte vum Anja Namur an dem Alain Carion, an deene si ë. a. déi orthographesch Integratioun vu franséische Wierder am Lëtzebuergeschen analyséiert hunn.

Kuerz no der Reform gouf tëscht 2000 an 2002 en éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht ënner dem Numm Cortina entwéckelt. Dee Projet gouf deemools allgemeng begréisst, awer och vereenzelt kritiséiert, well keng dialektal Varianten am Theesaurus virkomm sinn. De Projet Cortina gouf 2002 agestallt. Véier Joer drop, 2006, gouf e Spellchecker ënner fräier Lizenz entwéckelt, dee mat de gängegen Open-Source-Programmer funktionéiert (OpenOffice, Mozilla Thunderbird, asw.). Dësen Utilitär ënner dem Numm www.spellchecker.lu gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt.

Wéi laang schwätze mer nach eis Sprooch? Wat bleift an 20, 50 Joer nach vun hir iwwereg? Mir baséiren op enger muselfränkescher, also germanescher Sprooch mat prezisem frankophonen Aschlag. Dat Franséischt huet am Laf vun der Zäit, besonnesch bei den Intellektuellen, ëmmer méi e groussen Deel vun der Sprooch beluecht, dir braucht nëmmen dChamberblietchen ze liesen. Parallel sinn, besonnesch nom Zweete Weltkrich, Dausende vu Wierder aus eisem Wuertschaz verschwonnen. Frot mol e jonke Lëtzebuerger vun haut, wat e Klauschter, en Digel, e Wissbam, en Teimer oder e Fléiel ass. Awer net alles ass mam Ausstierwe vun der Agrarwirtschaft z'erklären.

Den Defizit an der Mammesprooch vun de jonke Leit, läit wuel zum Deel drun, datt d'Technik – denke mer nëmmen un d'Elektronik – eng Abberzuel vun englesche Begrëffer an d'Sprooch aschleist; datt besonnesch déi kleng a Primärschoulskanner ënner enger Dauerberiselung vun der däitscher Televisioun, vum Fernsee, stinn an datt hir beruffsaktiv Elteren, selwer e groussen Deel virun der Televisioun sëtzen a vill manner mat de Kanner schwätze wéi fréier; dovun ofgesinn, datt och scho bei den Eltere vun haut e grousse Sproochdefizit festzestellen ass. Wouhier sollen d'Kanner dann hire Wuertschaz kréien? Vun der Gaass, an der Schoul?
Dat bréngt eis zur demographescher Situatioun. Nach ass d'Lëtzebuerger Sprooch keng Minoritéitesprooch, mä vergiesse mer net, datt just nach 60 % vun de Leit, déi hei wunnen, Lëtzebuergesch schwätzen. A wa mer déi Leit huelen, déi am Beruffsliewe stinn, da komme mer nach op 38 Prozent aktiv Lëtzebuerger an also 62 Prozent, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen. Donieft wësse mer, datt an den auslännesche Famillje méi Kanner gebuer ginn, wéi an de lëtzebuergeschen.

Klassesch war et bis lo, fir ze soen, de Portugisen hir Kanner léieren d'Lëtzebuergescht op der Gaass, am Schoulhaff. Dat stëmmt bis elo, wann och net iwwerall. Et gëtt Schoulhäff, do héiert ee kee Lëtzebuergescht méi, héchstens nach e schlecht Franséischt. Op där anerer Saït begéint der jonk Portugisen aus der zweeter an drëtter Generatioun, déi net nëmmen en akzentloost Lëtzebuergescht, mä souguer en authentesche Veianer oder Iechternacher Ënnerdialekt schwätzen. De Lëtzebuerger Wuertschaz awer hëlt of, dorun ass keen Zweiwel, an d'Fro, wéi laang d'Strooss oder de Schoulhaff d'Sprooch weidervermëttele kann, hänkt dovun of, wéini d'Prozenter sou kippen, datt mer als Lëtzebuerger oder Lëtzebuergesch-Sproocheger net méi zu genuch sinn, fir d'Sprooch nach weiderzedroen.

Wann eise Premier seet, eis Sprooch wier den Integratiounsfaktor Nummer eent fir eis auslännesch Gäscht, da kënnt dat stëmmen, seng Ausso ass vläicht visionär gewiescht: Mat den neien EU-Länner aus dem Osten ass et nämlech eriwwer mat der Passe-partouts-Sprooch Franséisch, an och d'Englescht gëtt weder bei deenen neie Friemen, nach bei de Lëtzebuerger e gemeinsamen Nenner hier.

Dat bedéngt awer, datt dem Lëtzebuergesche méi konsequent Opmierksamkeet geschenkt gëtt, wéi nëmmen an e puer Walsloganen. Wa mer zu sou vill Natiounen an dësem klenge Land d'Lëtzebuergescht als Ingetratiounsfaktor wëllen hunn, da muss seng Bedeitung am Précoce, am Préscolaire, am Primaire an am Postprimaire grëndlech iwwerduecht ginn; da brauche mer nei Strukturen an nei Qualifikatiounen an de Sproochcourse fir Erwuessener, da brauche mer sou séier wéi méiglech nei Dictionnairen, da muss déi nei Lëtzebuerger Universitéit sech bewosst ginn, datt si Proffe fir Lëtzebuerger Sprooch a Literatur fir de Secondaire auszebilden huet, da gehéiert och der lëtzebuergescher Literatur eng besser Plaz am Enseignement, well wat wier eng Sprooch, eng Natioun ouni hir Literatur, déi d'Sprooch festhält a s'op engem kulturellen Niveau weidervermëttelt?

Een éischte Schrack a Richtung vum Opwerte vun der Lëtzebuerger Sprooch ass vun der Lëtzebuerger Universitéit gemaach ginn, wéi si 2007 fir d'Wantersemester 2007-2008 eng Formation continue fir Lëtzebuergesch Formateuren am Beräich vun der Erwuessenebildung agefouert huet.
 
Lëtzebuergesch quo vadis? heescht eng rezent Publikatioun. Lëtzebuergesch, wuer gees de hin? D'Äntwert hänkt dovun of, ob mir d'Sprooch eescht huelen oder net; ob mir selwer, als Lëtzebuerger an Europa, iwwerliewe wëllen.




#Article 194: Pierre Even (Affekot) (182 words)


De Pierre Even, gebuer de 4. Dezember 1946 zu Wiesbaden, ass e lëtzebuergeschen Affekot, Komponist an Hobbyhistoriker.

Dem Pierre Even seng Famill staamt vu Beefort a vu Metz.

Hien huet vun 1959 bis 1965 am Conservatoire zu Wiesbaden Piano a vun 1964 un zousätzlech Kompositioun (beim Prof. Karl-Wilhelm Brühl), a vun 1969 - 1973 zu Mainz Kierchemusek (beim Prof. Diethard Hellmann) studéiert.

Vun 1966 u gëtt et Opféierunge vun Orchestermusek, Kammermusek a geeschtlecher Musek, ë. a. Lidderzyklus Heimatlos no Gedichter vun der Anise Koltz (2007), Tango para los oídos (2005), Dithyrambus für Streicher (1966), Trio für Flöte, Klarinette und Fagott (2001), Neuf caractères pour violon et piano (2004), Sonate für Violoncello und Piano (2004), verschidde Wierker fir Uergel (säit 1966), Chouerwierker (säit 1971), zwou Kantaten (1971/1972), Pastorale für vier Posaunen (2002).

De Pierre Even ass President vum Luxemburger-Freundeskreis Rhein-Main e. V..

De Pierre Even gouf 1984 Member als Korrespondent vum Institut grand-ducal de Luxembourg, Section historique a krut 1985 eng Nominatioun an der Historische Kommission für Nassau. Hien ass zanter 1985 Comitésmember vum Verein für Nassauische Altertumskunde und Geschichtsforschung.

Premièren - Auswiel




#Article 195: Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité (270 words)


Den Europäesche Wirtschafts- und Sozialcomité (EWSC; EWSA op Däitsch; CESE op Franséisch) huet eng berodend Funktioun an der Europäescher Unioun. E gouf 1957 duerch d'Traitéë vu Roum geschaf. An him si Patronat, Gewerkschaften, Baueren, Konsumenten, an aner Interessegruppe vertrueden, déi zesummen déi organiséiert Biergerschaft forméieren.

Déi genee Zesummesetzung, d'Organisatioun an d'Aufgabe vum EWSC sinn an den Artikelen 257 bis 262 vum Traité iwwer d'Europäesch Communautéit gereegelt.

Den EWSC huet 329 Memberen, déi sech, jee no hirer Gréisst, op d'Memberstaate vun der EU verdeelen.

D'Membere ginn zwar vun de Regierunge vun de Memberslänner proposéiert, mä sinn an hirer Aarbecht komplett onofhängeg. Si ginn op fënnef Joer ernannt, a kënnen eng zweet Kéier erëmernannt ginn.

Déi 6 Lëtzebuerger Membere sinn (Stand: Oktober 2020):
Nobert Geisen, Claudine Otto,Jean-Claude Reding, Marco Wagener, Marie Josiane Willems a Romain Wolff.

Den EWSC huet just eng Beroder-Funktioun, kann also keng Decisiounen huelen, déi definitiv wieren. Hie muss awer consultéiert ginn, wann et ëm Gesetzesprojete geet, déi d'Wirtschafts- oder Sozialpolitik vun der EU uginn. Zanter dem Traité vu Maastricht sinn d'Gebidder ausgespreet ginn op Ëmwelt, Erzéiung, Konsumenteschutz, Gesondheet, indirekt Besteierung, transeuropäesch Réseauën a Strukturfongen. Sou gëtt hien Avisen of bei Propositiounen, déi d'Europäesch Kommissioun dem Europäesche Parlament an dem Conseil vun der Europäescher Unioun mécht. A politesche Gespréicher mat der Kommissioun, dem Parlament oder dem Rot vertrëtt den EWSC d'Interessen an d'Positioune vu senge Memberen.

De Comité kënnt an enger Vollversammlung zesummen. D'Avisen, déi do ugeholl ginn, ginn a 6 Ënnercomitéën (oder Fachgruppen) 
virbereet, déi thematesch organiséiert sinn. All 2 Joer ginn aus senger Mëtt e President an 2 Vizepresidente gewielt.

Den EWSC huet säi Sëtz zu Bréissel.




#Article 196: Albert Borschette (259 words)


Den Albert Borschette gebuer de 14. Juni 1920 zu Dikrech, a gestuerwen den 8. Dezember 1976 zu Bréissel, war e lëtzebuergeschen Diplomat a Schrëftsteller.

Den Albert Borschette huet säi Lycée zu Dikrech an an der Stad gemaach an duerno op den Unien zu Aix-en-Provence, Innsbruck, München a Paräis studéiert.

Am Krich gouf en an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert a huet missen un d'Ostfront. Seng Erliefnesser do huet e literaresch verschafft: bal all seng Bicher hunn iergendwéi mat der Sowjetunioun oder mam Krich ze dinn. Fir säi Roman Continuer à mourir krut hien 1957 de SELF-Präis.

Nom Krich war hie Presseattaché am Staatsministère an duerno war hien der Rei no, Vertrieder vu Lëtzebuerg beim ieweschte Kommando vun der franséischer Besatzungsarméi an Däitschland, an der Kontrollkommissioun vun den Alliéierten zu Berlin, a Botschaftssekretär zu Berlin an dann zu Bréissel.

Säin Asaz an a fir Europa kann een als Bäitrag dozou gesinn, weider Kricher an Europa onméiglech ze maachen (an engem vu senge Bicher schreift e vun der génération sacrifiée). Tëscht 1958 a 1970 war den Albert Borschette Stännege Representant (Ambassadeur) vu Lëtzebuerg bei den Europäesche Communautéiten, der spéiderer Europäescher Unioun.

Tëscht 1970 an 1976 war hien, ënner de successive Presidentschafte vum Franco Maria Malfatti, Sicco Mansholt a François-Xavier Ortoli, Member vun der Europäescher Kommissioun (Kommissär), zoustänneg fir d'Konkurrenz. Ënner senger Zoustännegkeet koum et ënner anerem zum Zerschloe vum Zockerkartell. Vun 1970 bis 1973 war en zousätzlech Kommissär fir Regionalpolitik an de Budget.

No him genannt ass e Konferenzzentrum zu Etterbeek (Haaptstadregioun Bréissel) an eng Strooss um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg (Rue Albert-Borschette).




#Article 197: Europäesche Geriichtshaff (865 words)


Den Europäesche Geriichtshaff (offiziell: Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun, virdrun: Geriichtshaff vun den Europäesche Communautéiten) gouf 1952 duerch den Traité vu Paräis (CECA-Traité) gegrënnt. En ass dat iewescht Geriicht vun der Europäescher Unioun, wat europäescht Recht betrëfft.

Seng Aufgab ass et, dofir ze suergen, datt de communautairen Droit an alle Memberslänner d'selwecht interpretéiert an ugewennt gëtt. De Geriichtshaff kann a Litigen tëscht Memberstaaten, Organer vun der EU, Enterprisen oder Privatpersounen decidéieren.

Den Europäesche Geriichtshaff huet säi Sëtz an der Stad. Ronn 1900 Leit schaffen do.

Den Europäesche Geriichtshaff huet ee Riichter pro Memberstaat, fir datt all national Rechtsuerdnunge solle vertruede sinn. Fir méi effektiv ze schaffen, kann de Geriichtshaff och an enger Grousser Chamber zesummekommen, déi aus 13 Riichteren zesummegesat ass, heiansdo och a Chamberen zu 3 oder 5 Riichteren.

Dem Geriichtshaff zur Säit stinn 8 Generolaffekoten, déi d'Schlussconclusioun ausschaffen a begrënnen, opgrond vun där d'Riichter hiert Urteel fällen.

D'Riichter an d'Generalaffekote ginn op 6 Joer vun hire respektive Länner ernannt; hiert Mandat kann ëm 3 Joer verlängert ginn.

Déi 4 heefegst Zorte vu Prozedure mat deenen de Geriichtshaff ze dinn huet, sinn:

Wann eng national Geriichtsinstanz Zweiwelen huet, wéi d'europäescht Recht auszeleeën ass oder wéiwäit et unzewenden ass, ka se (a muss se heainsdo) en Avis vum Europäesche Geriichtshaff ufroen. Deen Avis gëtt d'Geriicht a Form vun engem Arrêt préjudiciel of. D'ofschléissend Urteel am Fall selwer gëtt dann awer vum nationale Geriicht gesprach.

Dës Kloe kënne vun der Europäescher Kommissioun agereecht ginn, wa si fënnt, datt e Memberstaat senge Verflichtungen, déi en duurch den europäeschen Droit huet, net nokënnt, z. B., wann en eng Direktiv net oder falsch an d'nationaalt Recht ëmgesat huet. Och d'Memberstaate kënnen sou eng Klo géint en anere Memberstaat maachen. Am Fall vun engem Urteel géint e Memberstaat muss deen d'Ëmstänn, déi zur Klo gefouert hunn, direkt änneren.

Wann eng Privatpersoun, e Memberstaat, de Conseil, d'Kommissioun oder d'Europäescht Parlament der Meenung sinn, e bestëmmte Rechtsakt vun der EU wier illegal, kënnen se d'Geriicht uruffen, fir datt dat en annuléiert.

Duerch den Europäeschen Traité sinn d'Europäescht Parlament, de Conseil an d'Kommissioun dozou verflicht, ënner gewëssen Ëmmstänn bestëmmt Decisiounen ze huelen. wa se dat net maachen, kënnen d'Memberstaaten, déi aner Organer, oder (ënner bestëmmte Konditiounen) Eenzelpersounen oder Enterprisen de Geriichtshaff uruffen, datt e soll feststellen, datt dëst Näischt-maachen net rechtens anss.

Wann eng Plainte bis enregistréiert ass, gëtt se engem Riichter an engem Generolaffekot zougedeelt. D'Prozedur, déi dunn uleeft, besteet aus engem schrëftlechen an engem mëndlechen Deel.

Bei der schrëftlecher Prozedur deelen d'Parteie schrëftlech hir Vuë mat, wouropshin de Riichter e Rapport mécht, an deem en dës Deklaratiounen an de rechtleche Kader zesummefaasst. Op Basis vun deem Rapport schafft de Generalaffekot seng Conclusiounen aus. Déi Conclusiounen hëllefen dem Riichter, en Urteelsprojet auszeschaffen, deen en deenen anere Riichteren matdeelt.

Duerno kënnt den zweeten Deel, déi mëndlech Verhandlung. Déi ass am Prinzip virun der grousser Chamber, kann awer och, jee no Bedeitung a Complexitéit vun der Affär, viru manner Riichter (3 oder 5) oflafen. Hei kënnen d'Affekote vun de Parteien de Riichter an dem Generolaffekot hir Argumenter duerleeën, an dës kënne Froe stellen. Duerno presentéiert de Generolaffekot seng Conclusioune, wouropshin d'Riichter iwwer d'Urteel deliberéieren an et da verkënnegen. Den Urteelssproch gëtt mat enger Majoritéit geholl. Wann net all Riichter enger Meenung waren, gëtt dat net gesot.

Dee wuel wichtegsten Arrêt vum Europäesche Geriichtshaff ass deen an der Affär Van Gendt und Loos vun 1967. Hei gouf fir d'éischt festgehalen, datt d'Memberstaate sech fräiwëlleg enger Communautéit mat enger eegener Rechtsuerdnung ënnerworf hunn an dofir och en Deel vun hirer Souverainitéit ofginn hunn - e Fait, deen deen een oder anere Politiker an de Memberstaaten nawell gär vergësst.

D'Gebaier, an deenen de Geriichtshaff ënnerbruecht ass, si mat der Zuel vun de Memberstaate vun der EU, an domat der Zuel vu Fäll déi behandelt ginn, an dem Personal, dat dofir gebraucht gëtt, gewuess.

Den 'alen' Deel, no baussen hin u senger markanter 'Corox'-Stolkonstruktioun z'erkennen, gouf 1972 gebaut, no Pläng vum Jean-Paul Conzémius, François Jamagne a Michel Van der Elst. E gouf tëscht 2000 an 2009 komplett entkäert a restauréiert, ë. a. fir dem Asbest lass ze ginn, deen deemools verschafft gi war. Dora si 5 Säll fir d'Geriichstverhandlungen, all mat Dolmetscherkabinnen a Plaz fir d'Publikum. Dee gréissten dovun, dGrande salle d'audience, huet 23 Dolmetscherhaisercher a bitt 300 Virwëtzege Plaz. Ausserdeem gëtt et do Raim fir Konferenzen, fir d'Press a fir Visiteursgruppen.

Am Gebai ronderëm, dat op 2 Stäck ausgeluecht ass, hunn déi 28 Riichter, déi 8 Avocat-généralen an hir all Kéier 6 Mataarbechter hir Büroen.

Dës am Ganzen 10.000 m² goufen Enn 2008 méi wéi verduebelt, wéi déi zwéin 107 m héich Tierm, mat jee 25 Stäck, déi ëstlech vum Haaptgebai gebaut goufen, a Betrib geholl goufen. Dora si virun allem déi ronn 1000 Iwwersetzer installéiert. Déi Tierm hunn 350 Mio. Euro kascht.

Tëscht den Tierm an deenen anere Gebaier ass eng Bibliothéik (déi fir de Public op ass), eng Kantinn a Formatiounssäll.

Architekt vun den dräi Tierm ass den Dominique Perrault, deen ë. a. och déi franséisch Nationalbibliothéik zu Paräis entworf huet.

Den Europäesche Geriichtshaff däerf net verwiesselt gi mam Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter. Deen huet säi Sëtz zu Stroossbuerg, an ass en Organ vum Europarot.




#Article 198: Seine (127 words)


DSeine ass ee Floss am Norde vun Frankräich.

Si huet hir Quell an der Bourgogne bei Saint-Germain-Source-Seine um Platto vu Langres, am Departement Côte-d'Or, a leeft vun Osten no Nordwesten fir zu Le Havre an den Äermelkanal ze lafen. Mat enger Längt vu 776 km ass si den drëttlängste Floss a Frankräich a se huet een Anzuchsgebitt vun ongeféier 75.000 km².

D'Plaz vun der Quell den Domaine des Sources de Seine gouf 1865 vun der Stad Paräis opkaaft fir domat hiren Usproch um Floss ze beweisen an den Haussmann huet do e kitschegt Monument dat un d'Gëttin Sequana soll erënneren, opriichte geloss.

D'Seine ass op 560 km mat Schëffer befuerbar, a Mieresschëffer kënne bis 120 km d'Seine eropfueren.

D'Seine fléisst duerch follgend Departementer:

Haaptnieweflëss vun der Seine




#Article 199: Cargolux (427 words)


DCargolux Airlines International S.A., kuerz Cargolux ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft.

D'Cargolux ass am Mäerz 1970 ënner anerem zesumme vun der Luxair, der Salen Shipping Group, der Loftleidir Icelandic gegrënnt ginn. D'Gesellschaft huet mat enger CL-44 ugefaangen, déi am Ufank vu Lëtzebuerg aus an déi deemoleg brittesch Krounkolonie Hong Kong geflunn ass. Se haten en éischte Fligerverloscht den 2. Dezember 1970 ze verzeechnen wéi d'CL-44 TF-LLG bei engem Transport mat Hëllefsmëttele fir d'Schäizer Rout Kräiz an der Géigend vu Bangladesch eng onkontrolléiert Noutlandung gemaach huet, bei där déi véier Besatzungsmemberen ëm d'Liewe koumen.

Vun där Zort Fligere waren et der 1973 5 Stéck, dat selwecht Joer gouf och eng DC-8 vu McDonnell Douglas kaaft.

Den 9. Juni 2011, hunn de Luc Frieden an de Claude Wiseler, am Numm vum Lëtzebuerger Staat, e Kontrakt ënnerschriwwen, mat deem 35 % vun der Cargolux un d'ING iwwerdroe goufen, déi se da fir 117,5 Milliounen Euro u Qatar Airways verkaf huet. 
De Staat hat deemools 8,02 % vun de Partë vu Cargolux, 85 % waren an der Hand vun der Luxair, der SNCI an der Spuerkeess.

Am Oktober 2012 gouf bekannt, datt bei deem Deal déi (para-)ëffentlech Undeelseegener (Staat, Luxair, Spuerkeess, SNCI) hir Aktien zu engem wäit méi niddrege Präis ofgetrueden hu wéi verschidde Privatinvestisseuren (ë. a. BIP Investment Partners a Lux-Avantage). Sou soll dem Lëtzebuerger Land no d'BIP 42,354 Milliounen US-Dollar vum Verkaf vu sengen Aktie kritt hunn (dovun der 20,4 Millioune fir hir 461 600 Virzuchsaktien; iwwerdeems d'Luxair 27,75 Milliounen Dollar kritt huet, obwuel se, wa se d'selwecht behandelt gi wier, 101 Milliounen Dollar méi fir hir Virzuchsaktien hätt kéinte kréien. Genee sou hätt d'Spuerkeess, déi 6,976 Milliounen Dollar krut, bei gläicher Behandlung der 25,5 Milliounen USD méi fir hir Virzuchaktie kéinte kréien, an d'SNCI der 20,5 Milliounen drop op déi 6,8 Milliounen, déi se krut.

Am Januar 2013 huet Qatar Airways seng Bedeelegung nees verkaf. De selwechte Mount gouf de Paul Helminger zum President vum Verwaltungsrot nominéiert.

An de Méint duerno gouf en neie Koaktionär gesicht. De 15. Januar 2014 huet déi chineesesch HNCA 120 Milliounen US-Dollar 35 % vun de Parten iwwerholl. Deen Accord gesäit ë. a. den Developpement vun enger sougenannter Dual Hub Strategy vir, mat engem europäesche Logistikzenter um Fluchhafe Lëtzebuerg an engem chineeseschen um Fluchhafe vu Zhengzhou. HNCA huet sech dozou engagéiert, der Cargolux hiert Kapital am Fréijoer 2014 mat ze erhéijen.. Den Dirk Reich ersetzt de Richard Forson als Generaldirekter. 2013 hat Cargolux en Ëmsaz vun 1.988,5 Milliarden Dollar an en Nettogewënn vun 8,4 Milliounen Dollar.

D'Cargolux operéiert op 90 Destinatiounen, dovu 57 reegelméisseg :

Auckland - Melbourne

(Stand: 2014)




#Article 200: Lester Young (228 words)


De Lester Young, gebuer als Lester Willis Young de 27. August 1909 zu Woodville, Mississippi a gestuerwen de 15. Mäerz 1959 zu New York, war en US-amerikaneschen Tenorsaxophonist, Klarinettist a Komponist.

De Lester Young wiisst zu New Orleans an enger Familljen op, an där jiddwereen e puer Museksinstrumenter spillt. De klenge Lester fänkt mat Batterie, Trompett, Altsaxophon a Gei un. 1928 wiesselt en op Tenorsaxophon a spillt beim Art Brosnson senge Bostonians. An d'Joren drop spillt e bal bei Engem, bal bei engem Aneren. 1936 gëtt hien engagéiert vum Count Basie fir am Reno Club zu Kansas City mat deem senger Big Band opzetrieden. Zu där Zäit begéint en d'Billie Holiday an den Teddy Wilson, mat deenen hie spéider nach vill Studiosopnahme maache wäert. 1940 grënnt hien eng eege Band, e Joer drop spillt e bei sengem Brudder Lee; an 1943 ass en erëm fir eng Zäitche beim Basie. Da geet en an d'Arméi, mä en Deel dovu verbréngt en an Militärprisonge wéinst Drogenaffairen. Nom Krich gëtt en eng Zäit vum Norman Grantz gemanaged fir deem seng Jazz at the Philharmonic Tourneeën. Wéinst sengen Alkoholproblemer fënnt hien nëmmen nach Free-Lance-Aarbecht an Orchesteren. Säin éischten Europa-Optrëtt hat en 1952, an dee leschten am Februar 1959 am Blue Note zu Paräis. E puer Deeg drop ass de Lester Young am Hotel Alwin zu New York un Häerzversoe wéinst Alkoholismus gestuerwen.




#Article 201: Europäesche Rechnungshaff (381 words)


Den Europäesche Rechnungshaff, dCour des comptes européenne, kontrolléiert, datt all d'Recetten, déi d'Europäesch Unioun anhëlt, an all d'Depensen, déi se mécht, op eng legal a korrekt Manéier gemaach gi sinn, an datt de Budget vun der EU gutt geréiert gëtt. E gouf 1977 gegrënnt huet säi Sëtz zu Lëtzebuerg. Ronn 850 Leit schaffen do.

Den Europäesche Rechnungshaff huet 27 Memberen, 1 pro EU-Membersland, déi op 6 Joer, déi verlängert kënne ginn, vum Conseil vun der Europäescher Unioun ernannt ginn. Intern kënnen des sech a 'Chamberen' organiséieren, déi verschidden Zorten Rapporten oder Avise kënne maachen. D'Membere wielen aus hirer Mëtt e President op 3 Joer. Zanter September 2016 ass dat de Klaus-Heiner Lehne.

D'Haaptfunktioun vum Europäesche Rechnungshaff ass wéi gesot ze kontrolléieren, datt beim EU-Budget alles an der Rei ass.

Dofir kontrolléiert en d'Dokumenter vun allen Organisatiounen, déi Recetten oder Depensë vun EU-Sue geréieren. Wann néideg, mécht e Kontrollen um Terrain. Seng Conclusiounen ginn a Rapporte publizéiert, déi d'Europäesch Kommissioun an d'Memberstaaten iwwer eventuell Mëssstänn informéieren.

Dee wichtegste Rapport ass dobäi de Joresrapport iwwer dat ofgelafent Budgets-Joer, deen e fir d'Europäescht Parlament an de Conseil (déi 2 sinn d'Budgets-Autoritéit) ausschafft. D'Commentairen, déi an dësem Rapport stinn, spillen eng wichteg Roll fir d'Parlament fir ze decidéieren, ob et d'Gestioun vum Budget duerch d'Kommissioun soll approuvéieren oder net.

Den Europäesche Rechnungshaff gëtt och nach Avisen of, iert d'EU nei Finanzreegelen aféiert. E kann och soss zu bestëmmte Punkten an zu jiddwer Moment Commentairen ofginn oder, op Demande vun enger vun den Institutioune vun der Europäescher Unioun hin, säin Avis ginn.

De Rechnungshaff schafft an totaler Onofhängegkeet a ka fräi entscheeden, wéi a wat e kontrolléiert, a wéini an a wat fir enger Form e publik mécht, wat en erausfonnt huet.

En huet eng 550 Mataarbechter, wouvun der eng 250 Kontrollere sinn, déi sech an Audit-Gruppen organiséieren. Dës Kontrollere maachen dacks Inspektiounsvisitte bei deenen aneren Institutiounen, de Memberlänner an an deene Länner, déi eng finanziell Hëllef vun der EU kréien. D'Kommissioun ass zwar responsabel iwwer déi Fongen, mä d'Gestioun dovu gëtt zu 90 % an deene betraffene Länner gemaach.

De Rechnungshaff ka selwer keng legal Schrëtt aleeden. Wann d'Kontrolleuren eng Fraude oder eng Illegalitéit entdecken, gi se dat sou séier wéi méiglech un déi kompetent europäesch Instanze virun, soudatt déi kënnen déi néideg Mesuren huelen.




#Article 202: Jean Dondelinger (108 words)


De Jean Dondelinger, gebuer de 4. Juli 1931 a gestuerwen den 21. Oktober 2004, war e lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker.

Hien huet säin Droitsstudium zu Nanzeg a Paräis mat engem Doktorat ofgeschloss an huet eng Lizenz fir Politologie vum St. Anthony's College zu Oxford.

Tëscht 1975 an 1984 war e Stännege Representant (Ambassadeur) vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Communautéit (der spéiderer Europäescher Unioun).

Duerno gouf e Generalsekretär am Ausseministère.

Vun 1989 bis 1993 war en, ënner der Presidence vum Jacques Delors, Member vun der Europäescher Kommissioun (Kommissär), an do zoustänneg fir d'Dossieren Informatioun, Kommunikatioun, Kultur an Audiovisuell Medien.

Duerno war de Jean Dondelinger Ambassadeur vu Lëtzebuerg a Griicheland.




#Article 203: Umberto Nobile (205 words)


 
Den Umberto Nobile, gebuer den 21. Januar 1885 zu Lauro bei Neapel, a gestuerwen den 30. Juli 1978 zu Roum war en italieenesche Loftschëffpionéier.

Den Nobile ass besonnesch duerch d'Polarfahrte mat sengen zwee hallefsteife Loftschëffer berüümt ginn.

Den Nobile war un der Fabrikatioun vum Loftschëff Roma bedeelegt, dat spéider vun der italieenescher Regierung un d'USA verkaaft gouf. DRoma gouf den 21. Februar 1922 zu Hampton, Virginia duerch en Accident an der Loft zerstéiert. 34 Membere vun der Equipage koumen dobäi ëm d'Liewen.

Fir en zweete Fluch iwwer den Nordpol, dës Kéier ouni den Amundsen, ass den Nobile den 23. Mee 1928 vu Spitzbergen aus mat der Italia gestart. De 25. Mee, um Wee fir zréck, ass d'Loftschëff no bei Spitzbergen op d'Äis ofgestierzt, woubäi d'Gondel sech mat néng Mënsche u Bord vum Schëff geléist huet. Doduerch gouf d'Loftschëff nees méi liicht an ass erëm mat sechs Leit an d'Luucht gaangen, mä gouf ni méi erëmfonnt.

Doropshi gouf eng international Sichaktioun organiséiert, un där sech den Amundsen bedeelegt huet. Zanterhier ass den Amundsen vermësst. Den Nobile, dee sech e puer Schanke gebrach hat, gouf vun engem schweedesche Pilot gerett, déi aner Leit aus der Ekipp goufen den 12. Juli vum sowjeteschen Äisbriecher Krassin a Sécherheet bruecht.




#Article 204: José Martí (282 words)


De José Julián Martí y Pérez, gebuer den 28. Januar 1853 zu Havanna op Kuba, a gestuerwen den 19. Mee 1895 zu Dos Ríos och op Kuba, gëllt als kubaneschen Nationaldichter a Symbol fir d'Onofhängegkeetsstriewe vu sengem Land. Zu där Zäit war Kuba eng spuenesch Kolonie.

De José Martí war dat eelst vun den aacht Kanner vum Mariano Marti an der Leonor Perez Cabrera. Wéi de jonke José 4 Joer hat, ass seng Famill op Valencia a Spuenie geplënnert. Mä schonn zwee Joer drop si s'erëm op hir Heemechtsinsel zréckgaangen.

Am Oktober 1869 gouf hie festgeholl, krut vun der spuenescher Regierung Landesverrot virgehäit a gouf am Alter vu 16 Joer zu 6 Joer Prisong verurteelt. No enger Zäit hat de Martí béis Problemer mat senge Been, d'Ketten, mat deenen hien ugestréckt war hate sech ageschnidden an de Prisonéier koum op eng Prisongsinsel, viru Kuba, dIsla de Pinos. Kuerz drop gouf hien a Spuenien rapatriéiert, wou hien Droit studéiert huet. No enger kuerzer Iwwergaangszäit a Frankräich ass en 1877 heemlech op Kuba zréckgaangen, wou hien awer als Illegale keng Aarbecht krut. Nodeem hien eppes iwwer e Joer am Guatemala als Geschichts- a Literaturprofesser geschafft hat, ass en 1880 op New York gaangen.

Vun do aus huet hien a Florida d'Exilkubaner fir eng Revolutioun géint d'Spuenier mobiliséiert an déi selwecht Zäit huet en eng Lobby opgebaut géint eng méiglech US-amerikanesch Annexioun vu Kuba, eng Iddi déi munneche Politiker net friem war.

De Martí läit um Cementerio Santa Efigenia Kierfecht zu Santiago de Cuba begruewen.

Kuerz no sengem Doud ass de Spuenesch - Amerikanesche Krich ugaangen.

Eent vum José Martí senge Gedichter aus de Versos Sencillos (einfach Versen) gouf méi spéit vertount a weltberühmt, Guantanamera.




#Article 205: Roland Wiltgen (226 words)


De Roland Wiltgen, gebuer de 6. Oktober 1957 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergesche Komponist a Musekspedagog.

Hien huet fir d'éischt Musek, an zwar Trompett, Piano a Kompositioun, am Escher Conservatoire an zu Metz studéiert. 1977 ass hien op Paräis gaangen an huet op der École normale de musique de Paris an um Conservatoire national supérieur de musique de Paris studéiert a mat Diplomer an Harmonie, Kontrapunkt, Fugue an Analys ofgeschloss.

Zanter 1983 ass hie Professer am Escher Conservatoire a Member vu villen Examensjuryen zu Lëtzebuerg, an der Belsch, Frankräich an an Italien. 

Zanter der Grënnung vun der SACEM Lëtzebuerg am Joer 2003 war hien do a verschiddene Gremien aktiv an huet 2014, zesumme mat anere Komponisten, d'FLAC (Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs) an d'Liewen geruff. Bis 2017 war hien och hiren éischte President.

Hie wunnt zu Uespelt.

Zanter 1985 sinn bis elo (2020) eng 50 Stécker a ville verschiddenen Genren entstanen: 

Piano; Uergel, Chouer, divers Kammermuseksensembelen an allen Gréisstenuerdnungen.

Säin Interessi fir elektronesch a Computer-Technologien huet e puer Kompositioune fir dëse Medium ervirbruecht.

D'Haaptgewicht vu sengem Schafen läit awer am symphonesche Beräich, sief et Musek fir Blechbléiser, Harmonieorchesteren oder Symphonieorchesteren.

Vill vun dëse Kompositioune sinn Optragswierker a goufe vu renomméierten Ensembelen zu Lëtzebuerg an am Ausland opgefouert.

E puer vu senge Wierker sinn op CD opgeholl ginn an e groussen Deel ass bei den  éditéiert.




#Article 206: Jean-Baptiste Fresez (109 words)


 

De Jean-Baptiste Fresez, gebuer den 9. Juli 1800 zu Lonkech a Frankräich a gestuerwen den 31. Mäerz 1867 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler an Zeecheprofesser. Zwéi vu senge Schüler, déi spéider bekannt goufen, waren de Jacques Sturm an de Pierre Brandebourg.

Hien huet op der Académie des Beaux Arts zu Bréissel studéiert a Studiereesen op Paräis, Bréissel an aner europäesch Stied gemaach. 1802 ass hie mat sengen Elteren op Lëtzebuerg wunne komm. Säi Papp huet op der Faiencerie op Siwebueren geschafft. Am Juli 1848 krut hien d'lëtzebuergesch Nationalitéit duerch Naturalisatioun.

Vum Fresez si Portraiten a Landschaften am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht zu Lëtzebuerg ze gesinn.




#Article 207: Comité vun de Regiounen (149 words)


De Comité vun de Regiounen, deen duerch de Maastricht-Traité geschaf gouf, besteet aus 222 Representante vu regionalen a lokale Kierperschaften, déi vun den EU-Memberstaate proposéiert a vum Conseil vun der Europäescher Unioun op 4 Joer ernannt ginn. Hien huet säi Sëtz zu Bréissel. D'Lëtzebuerger Membere sinn: Simone Beissel, Agnès Durdu, Albert Lentz, Paul-Henri Meyers, Etienne Schneider a Romain Schneider (Stand: November 2005).

D'Europäesch Kommissioun an de Conseil mussen de Comité vun de Regioune consultéieren, wann et ëm legislativ Propositioune geet, déi fir d'Regioune relevant sinn. Dorënner falen d'Educatioun, d'Kultur, d'ëffentlech Gesondheet, d'Trans-europäesch Netzer an d'Kohesiouns- a Strukturfongen (also deen Deel vum EU-Budget, mat deem an deene méi aarme Géigende Bau- oder soss Projeten ënnerstëtzt ginn). De Comité kann och vu sech aus Resolutiounen unhuelen.

Intern organiséiert e sech a 6 Kommissiounen, déi den Theemen no Projeten vun den Avisen oder de Resolutiounen ausschaffen, déi da vun allen ofgestëmmt ginn.




#Article 208: Europäesch Zentralbank (331 words)


DEuropäesch Zentralbank (kuerz: EZB) gouf 1998 gegrënnt, fir, wéi et am Traité iwwer d'Europäesch Unioun virgesi war, déi neigeschaaft Wärung, den Euro, anzeféieren an ze géréieren, Change-Operatiounen ze maachen an dofir ze suergen, datt d'Bezuelsystemer ouni Problemer funktionéieren. Hir Aufgab ass et och, d'Wirtschafts- a Wärungspolitik vun der EU ze definéieren an ëmzesetzen. Si ass zanter dem 1. Dezember 2009 eng vun den Institutioune vun der Europäescher Unioun an huet hire Sëtz zu Frankfurt am Main.

Fir dës Aufgaben z'erfëlle schafft si mam Europäesche System vun den Zentralbanken zesummen, an deem déi 28 Zentralbanke vun den EU-Memberstaaten vertruede sinn. Op den 1. Januar 2014 hunn 18 vun deene Länner den Euro agefouert, cf. Eurozon, a bilden, zesumme mat der Europäescher Zentralbank, de sougenannten Eurosystem.

D'Europäesch Zentralbank, wéi och d'national Zentralbanke vum Eurosystem, si vëlleg onofhängeg an hiren Decisiounen. Déi aner Europäesch Institutiounen an d'Regierunge vun de Memberstaaten däerfen net probéieren, dës ze beaflossen.

Eng vun den Haaptaufgabe vun der Europäescher Zentralbank ass et, d'Präisstabilitéit an der Eurozone bäizebehalen, fir datt den Euro seng Kafkraaft behält.

Fir dat s'erreechen, muss si d'Inflatioun genee am A behalen.
D'EZB mécht alles, fir datt dës ënner 2 % am Joer bleift. Dofir kontrolléiert se fir d'éischt emol, wéi vill Suen am Ëmlaf sinn. Wann dat der ze vill wieren par Rapport zu de Wueren a Servicer, déi ugebuede ginn, géif d'Inflatioun an d'Luucht goen. Zweetens kontrolléiert se, wéi d'Präisser sech entwéckelen a se évaluéiert, wéi wäit doduerch d'Präisstabilitéit an der Eurozon a Gefor ass.

Fir d'Mass vun de Suen am Ëmlaf ze beaflossen, leet d'Europäesch Zentralbank de Leetzënssaz (Taux directeur) fest, dee fir déi ganz Eurozon gëllt.

D'Aarbechte vun der EZB ginn duerch dës 3 Entscheedungsinstanzen definéiert:

Op all Euroschäin sti lénks uewen d'Initiale vun der EZB an deene verschiddene Sproochen:

D'Ënnerschrëft op der 2002er-Serie ass, bei de Schäiner, déi bis 2003 gedréckt goufen, déi vum Wim Duisenberg, déi vun 2004 bis 2011 droen déi vum Jean-Claude Trichet, an déi duerno déi vum Mario Draghi




#Article 209: Memberstaate vun der Europäescher Unioun (232 words)


D'Europäesch Unioun (EU) huet 27 Memberstaaten:

Déi 6 Grënnungsmembere vun den Europäesche Communautéiten (1.1.1958), déi och schonn 1951 den CECA-Vertrag ënnerschriwwen haten:

Den 1. Januar 1973 koum et zum Bäitrëtt vun 3 weidere Länner:

 hat och ënnerschriwwen, datt et wéilt bäitrieden, mä d'Vollek huet dat an engem Referendum refuséiert.

Den 1. Januar 1981 ass et um Tour vu .

Den 1. Januar 1986 trieden déi 2 Länner vun der Iberescher Hallefinsel bäi:

Den 1. Januar 1995 trieden 3 Länner deem bäi, wat zanter 1993 duerch den Traité vu Maastricht an 'Europäesch Unioun' ëmbenannt ginn ass:

Alt nees eng Kéier huet d'norwegescht Vollek seng Regierung iwwerstëmmt a bei engem Referendum 'Neen' zum Bäitrëtt gesot.

Den 1. Mee 2004 sinn 10 Länner op ee Siess der EU bäigetrueden:

Mat  a , déi den 1. Januar 2007 bäigetruede sinn, huet sech d'Zuel vun de Memberstaate op 27 erhéicht.

Den 1. Juli 2013 koum mat dem 28. Memberstaat  als bis ewell lescht Land dobäi.

Den 31. Januar 2020 ass d'Vereenegt Kinnekräich aus der EU ausgetrueden. Et gëllen Iwwergangsreegele bis den 31. Dezember 2020, fir déi bestoend Rechter a Flichten duerch en neien Handelsvertrag z'ersetzen. D'EU huet zanterhier nëmmen nach 27 Memberstaaten.

Mat follgende Länner lafe Bäitrëttsverhandlungen, d. h. datt se am Gaang sinn, EU-Virschrëften an dat jeeweilegt nationaalt Recht ëmzesetzen:

Potenziell Kandidate fir Member vun der EU ze ginn, déi awer d'Konditiounen nach net erfëllen, sinn:




#Article 210: Deutsche Lufthansa (702 words)


DLufthansa (Deutsche Lufthansa AG) ass déi gréisst däitsch Fluchlinn mat Sëtz zu Köln. Hiren Heemechtfluchhafen ass zu Frankfurt, zweet Dréikräiz vun der Gesellschaft gëtt lues a lues de Fluchhafe vu München. D'Haaptmaintenancehale sinn zu Hamburg. D'Lufthansa war bis 1953 zu bal 100 % a staatlechem Besëtz, 1966 ass d'Lufthansa-Aktie fir d'éischt un der Bourse cotéiert ginn, 1994 huet de Staat nach 34 % vun den Aktie kontrolléiert; zanter 1997 ass d'Lufthansa vollstänneg privatiséiert. D'Lufthansa ass Grënnungsmember vun der Star Alliance.

D'Lufhansa gehéiert och international zu de gréisste Gesellschaften. Mat hire Verkéiersleeschtungen ass se virbäi am internationale Loftverkéier: Am Joer 2003 huet se am internationale Verkéier déi meescht Passagéier vun allen IATA Fluchgesellschaften transportéiert an ass och bei der Fracht op der 1. Plaz. 2003 goufen 3,5 Prozent méi Passagéier transportéiert wéi d'Joer virdrun. Bei der Lufthansa Cargo gouf duerch déi schwaach Konjunktur manner Fracht transportéiert, 2,7 Prozent manner wéi nach 2002. D'Auslaaschtung ass mat 65,6 Prozent nëmmen ee Prozentpunkt ënner där vun 2002 bliwwen.

D'Geschicht vun der Lufthansa besteet aus zwéin Deeler, sou wéi et sech bei der Lufthansa och em zwéi verschidde Betriber handelt. Déi eng Lufhansa gouf et bis 1945. Déi aner, déi nei, Lufthansa ass an den 1950er Joren entstanen, wéi d'Alliéiert et bis erlaabt hunn.

Déi Zäit déi déi al Lufthansa nach ze liewen huet an de 40er Jore steet am Zeeche vum Krich, no 1942 och am Zeeche vum Ënnergank. Méi a méi Strecke mussen de Betrib astellen, well sech de Krich zu Ongonschte vun den Nationalsozialisten entwéckelt. Scho laang ka keen normale Bierger méi mat der Lufthansa fléien. D'Maintenancehalen an d'Personal vun der Lufthansa stinn de facto am Déngscht vun der Luftwaffe, schonn eleng doduerch datt d'Gesellschaft muss militäresch Aufgaben iwwerhuelen.

Am November 1940 gëtt bei der Eurasia de Betrib agestallt, dat no enger Interventioun vun der chineesescher Régierung. D'Base zu Kunming gëtt geraumt an d'Personal verléisst China. Mëtt Dezember 1941 muss de brasilianesche Syndicato Condor Ltda. de Betrib astellen, de Mäerz vun deem Joer huet schonn d'Deruluft liquidéiert misse ginn. 1942 gëtt de Syndicato Condor Ltda. an Servicos Aereos Cruzeiro do Sul Ltda. ëmbenannt. Vun 1943 bis 1945 ginn no an no ëmmer méi Strecke suppriméiert. D'Piloten an d'Lufthansareparaturbetriber schaffe fir d'Luftwaffe. D'Maschinne ginn als Transporter agesat. Den 23. Mäerz 1945 gëtt de leschte Fluchplang gemaach. Am Verlaf vum Joer gëtt déi al Lufthansa liquidéiert.

Scho kuerz nom Krich versichen e puer vereenzelt Symphatisanten erëm eng Grondlag fir eng zivil Aviatioun opzebauen. Mä eréischt uganks der 50er Jore geléngt et hir Aktiounen op eng zolidd Basis ze setzen. Kuerz drop entwéckelt sech d'Lufthansa erëm zu enger profitabler a moderner Entreprise, déi Däitschland an der Welt representéieren däerf a kann.

Den Opbau vum zerstéierten Däitschland, d'Wirtschaftswonner an de Kale Krich loossen et zou, datt scho sou kuerz nom Krich rem an Däitschland ka geflu ginn an och däerf. Lukrativ Maschinnen, gënschteg Präisser an e gudde Service bei héijer Zouverlässegkeet loossen d'Lufthansa séier erëm an d'Gewënnzon fléien.

D'1960er Jore stinn am Zeeche vum Fortschrëttsglawen an dem onbegrenzte Wuesstem. Den Düsefliger steet am Mëttelpunkt vum Interessi. De Wuerentransport gëtt méi rapid a Linieflich an den Ostblock iwwerwannen ideologesch Grenzen.

Den 13. Oktober 1977 gëtt d'Lufthansa-Maschinn Landshut um Fluch vu Palma de Mallorca op Frankfurt am Main vu véier palestinenseschen Terroristen entfouert an den 18. Oktober vun der GSG 9 an der Operatioun Feuerzauber befreit.

D'Wiedervereinigung vun Däitschland erméiglecht et der Lufthansa 1990 45 Joer nom Enn vu Zweete Weltkrich nees erëm op Berlin fléien. Tëscht 1992 an 1997 packt et d'Gesellschaft hir gréisste wirtschaftlech Kris z'iwwerwannen an dat mat engem grousse Sanéirungsprogramm. De Betrib dee bis dohi gréisstendeels am Besëtz vum Staat war gëtt a enger Rei vu Schrëtt komplett privatiséiert. Technik, Fracht an Informatik ginn an eng extra gegrënnte Gesellschaft verluecht. 1997 ginn d'Lufthansa, d'Air Canada, d'SAS, d'Thai Airways an d'United Airlines mat der Star Alliance déi éischt multilateral Allianz am Weltloftverkéier an, dëser Allianz schléisse sech weider Fluchgesellschaften un.

Zanter 2003 gehéiert der Lufthansa d'Air Dolomiti.

Déi zur Zäit operativ Lufthansa-Flott besteet aus follgenden Typen:

(Stand 7. Mai 2014):

(Stand 2004) 

Bei internationale Verbindunge kréien d'Flich Richtung Däitschland ongerued Nummeren an d'Flich an d'Ausland gerued Nummern. D'Lufthansa huet ee vun den opwennegste Villfléierprogrammen (Miles and More).




#Article 211: James Bond (614 words)


Den James Bond ass e fiktive Personnage vun engem sophistikéierte brittesche Spioun, dee vum Ian Fleming erfonnt gouf, an an deem senge Bicher virkënnt (spéiderhin och an de Bicher vun: Kingsley Amis, John Pearson, John Gardner, Raymond Benson an, zanter kuerzem, Charlie Higson).

De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen Ornitholog James Bond benannt an huet spéider der Fra vun deem Mann an engem Bréif geschriwwen: [his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed. De Bond huet de Codenumm 007, deen dabbel-ou-seven ausgeschwat gëtt. Déi duebel 0 heescht datt hien d'licence to kill huet; et ass d'Autorisatioun fir op senge Missioune Leit ëmzebréngen.

Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi vun EON Productions gemaach goufen an déi e grousse Succès haten.

D'Majoritéit vun deene Filmer gouf vum Albert R. Broccoli a vum Harry Saltzman gemaach. Spéiderhin sinn dem Broccoli seng Duechter, d'Barbara Broccoli an säi Stéifjong, de Michael G. Wilson, weidergefuer. D'Filmer goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Maart bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op de Filmer baséieren an e puer mat Originalskripte mat dem Personnage.

Den James Bond ass an d'populär Kultur an an de populäre Langage integréiert ginn, am engleschsproochege Raum soen d'Leit wa se eppes futuristesches beschreiwe wëllen: right out of James Bond, James Bond style security, asw.

Déi vill a verschidde James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geännert: vu realistesche Spionagedramen op Science Fiction.

Den zentrale Personnage, den James, ass de Jong vun engem schottesche Papp, dem Andrew Bond, an enger Schwäizer Mamm, der Monique Delacroix, déi schonn allenzwee duerch Accidenter, beim Klammen an de Bierger, ëm d'Liewe koumen, zu där Zäit wou d'Bicher spillen. Den James ass kuerz an den Eton College an d'Schoul gaangen, mä no enger Libesbezéiung ass hien do erausgeworf ginn an dunn an de Fettes College a Schottland gaangen.

An de Filmversioune vum Personnage, huet de Bond den Diplom an orientalesche Sprooche vun der Cambridge University, obwuel dat géint d'Informatiounen an de Romaner geet a géint d'Zeen am Film Tomorrow Never Dies an där de Bond et net fäerdegbréngt e Computer mat chineeseschem Clavier ze benotzen. De Bond kann also fléissend Russesch schwätzen. Hie behaapt am Film The World is Not Enough datt hien déi Sprooch zu Oxford geléiert huet, an et kann een hien an de verschiddene Filmer a ville Sprooche schwätzen héieren. Hie war an der Royal Navy éiert hie bei de Secret Service gaangen ass an huet de miliätaresche Rang vun engem Commander. Den John Gardner huet, a senge Bicher, de Bond an de Rang vun engem Captain promovéiere geloss, mä hie gouf no an no dégradéiert, ouni Erklärungen. An de Bicher genee wéi an de Filmer bestit sech de Bond, mä seng Fra gëtt den Dag vum Bestietness vu sengem gréisste Feind ëmbruecht, dem Ernst Stavro Blofeld; dee Fait huet ëmmer nach eng gewësse Resonanz, an de Bicher genee wéi an de Filmer.

An de Romaner, ass seng eeler schottesch Haushälterin, d'May, déi net nëmmen an de ville Romaner vum Fleming ëremkënnt, eng vun den eenzege Konstanten. Mä si huet sech als genee sou alterslos erausgestallt wéi si a verschiddene vum John Gardner senge Romaner opgedaucht ass. D'May ass och e vun deene wéinege Personnagen, déi ëmmer nees an de Bicher opdauchen, deen zwar am literaresche Kanon virkënnt, mä net an de Filmer ze gesinn ass.

Dem Fleming säi Bond gouf 1924 gebuer, huet bei sengem Alter gelunn fir 1941 an der Royal Navy Volunteer Reserve kënne Member ze ginn, an ass um Enn vum Krich Commander.

De Motto vun der Bond-Famill Orbis non sufficit (Latäin fir D'Welt ass net genuch).




#Article 212: Hautbois (236 words)


Den Hautbois ass en Holzblosinstrument

Den Hautbois gehéiert an der Sachs / Hornbostel-Systematik zu den aerophonen Instrumenter; an dodran zu de Rouerblatinstrumenter.

Den Hautbois an d'Instrumenter aus senger Famill ginn duerch en Duebelrouerblat ugeblosen. E besteet aus engem riichte, konesche Rouer aus Holz (Ebenholz oder vum Buchsbam) vu 60 cm, deen aus dräi Deeler besteet: d'Uerwerstéck, Ënnerstéck an Schallstéck. Dobäi kënnt nach d'Mondstéck, dat klengt Doubelrouerblat dat beim Blosen tëscht d'Lëpse geholl gëtt. Den Deckelsystem besteet aus oppene Grëfflächer, Rankklappen an zouenen Deckele fir déi chromatesch Tounleeder; dann aus Oktavdeckelen an Hëllefs- an Trillerklappen, änlech wéi bei de Flütten. Beim Spille gëtt den Hautbois schréi no ënne gehal.

Den Toun ass net ganz haart, mä dee spezifesche Klang fält direkt op.

D'Instrumenter aus der Hautboisfamillje gehéieren zu den eelste Blosinstrumenter iwwerhaapt. Dat aalt Griicheland huet se als aulos (Méizuel: auloi) kannt, Roum als tibia (Méizuel: tibiae). All Statuetten, déi fonnt goufen, deiten drophin, datt 2 där Instrumenter ugewénkelt bei de Mond gefouert si ginn. Déi eelst Miniatur staamt aus der Kyklade-Kultur aus der Mëtt vum 3. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung.

Zanter dem Mëttelalter fanne mer se bei den Hierden, besonnesch an dem ëstlechen Europa; den Numm war Schalmei, dat war eng Verdäitschung vum franséische chalumeau, dat sengersäits vum laténgesche calamus (Rouer oder Hallem) ofstaamt. No an no sinn d'Schalmeie méi grouss gebaut ginn. Am Däitsche krute se den Numm Pommer, Bommer, Bomhart, Bombardo.

vu ville Komponisten:




#Article 213: Fändel vu Frankräich (163 words)


De franséische Fändel besteet aus dräi vertikale Sträife vun der selwechter Breet. E gouf wärend der Franséischer Revolutioun geschaf.

Enger vexillologescher Legend no huet de La Fayette am Juli 1789 d'Faarwe vu Paräis (blo a rout mat der Faarf vun der Monarchie (wäiss) verbonnen. D'Faarfauswiel staamt effektiv vum La Fayette, deen d'Faarwe vum amerikanesche Fändel no der Amerikanescher Revolutioun mat Heem bruecht huet. D'Dispositioun bleu au mat, blanc au centre, et rouge flottant gouf offiziell mam Dekret vum 15. Februar 1794 ugeholl a vum 20. Mee 1794 u benotzt, fir Verwiesslunge bei de Séischluechten ze verhënneren. D'Fändele vun der Landarméi droen d'Tricolore zanter 1791 an d'Garde nationale schonn zanter 1789.

Am Joer 1814 huet d'Restauratioun erëm de wäisse Fändel agefouert, deen allerdéngs 1830 duerch d'Juli-Monarchie erëm ofgeschaf gouf, fir d'Tricolore ze benotzen.

No der Revolutioun vu 1848 war ee Moment d'Tendenz do, fir e roude Fändel ze benotzen.

D'Tricolore steet an der Konstitutioun vum 4. Oktober 1958.

D'Proportiounen vum franséische Fändel sinn 2:3.




#Article 214: Däitschland (3295 words)


DBundesrepublik Däitschland (oder einfach Däitschland) ass e Staat a Mëtteleuropa an huet gemeinsam Grenze mat Dänemark, Polen, der Tschechescher Republik, Éisträich, der Schwäiz, Frankräich, Lëtzebuerg, der Belsch an Holland. Am Norde sinn d'Nordmier an d'Baltescht Mier natierlech Grenzen. Däitschland ass eent vun de gréisste Länner a Westeuropa.

Wat elo kënnt ass nëmmen eng kuerz Skizz vun de wichtegste geschichtlechen Entwécklungen an Däitschland an an der Regioun vum haitegen Däitschland. Méi Detailer stinn am Artikel Geschicht vun Däitschland, am Artikel iwwer Däitschland am Mëttelalter, oder awer och an den Artikelen iwwer d'Bundesrepublik resp. iwwer d'DDR.

Déi eelst Spuere vu Mënschen um Gebitt vum haitegen Däitschland sinn ongeféier 700.000 Joer al. Zanter ronn 500.000 Joer gëtt Däitschland permanent bewunnt.

E puer keltesch a germanesch Stämm gi fir d'éischt bei de Griichen a Réimer an der virchrëschtlecher Zäit ernimmt. De Rhäin gëtt 58 v. Chr. d'Grenz mat dem réimesche Räich. Eng éischt Geschicht vu ganz Germanie liwwert am Joer 98 de réimeschen Auteur Tacitus. Tëscht dem 1. an dem 6. Joerhonnert verdeele sech déi germanesch Stämm iwwer Europa (Vëlkerwanderung) a vermësche sech mat den net ausgewanderte Kelten. Grouss Deeler vum haitegen Ostdäitschland si bis an d'héicht Mëttelalter ënner staarkem slaweschen Afloss (Germania Slavica). Als Konsequenz vun der héichmëttelalterlecher Ostmigratioun gi si assimiléiert an akkulturéiert.

D'Frankeräich gëtt gegrënnt a stellt 800 mam Karel de Groussen als éischte westleche Keeser, no der Ofsetzung vum Romulus Augustulus duerch den Odoaker, den Usproch op d'Féierungsroll an Europa. Mä säi Räich bleift nëmmen e puer Joerzéngter stabil. Duerch Streidereien tëscht sengen Nofollger zerfält et an dräi Deeler (Westfränkescht Räich, Lotharingien an Ostfränkescht Räich), déi nächst Generatiounen deele säi Räich ëmmer méi op.

Als traditionellen (mä e bëssen arbiträr gewielten) Datum fir d'Grënnung vun Däitschland als Staat gëllt den 2. Februar 962, wéi den Otto I. als éischten Ostfränkesche Kinnek zu Roum zum Keeser gekréint gouf.

D'Westfränkescht Räich entwéckelt sech zu engem Nationalstaat (dem haitege Frankräich), wärend d'Ostfränkescht Räich ëmmer méi de lokalen Interessen zum Affer fält. Obwuel d'Keesere vum Ostfränkesche Räich ëmmer erëm versichen d'Räich z'eenegen, zerfält d'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun, dat eigentlech grad eréischt entsteet, gréisstendeels ëmmer méi an Onmasse vu gréisstendeels onofhängege Staaten a Fräi Räichsstied. No der Reformatioun an dem Drëssegjärege Krich ass d'Muecht vum Keeser nëmmen nach reng formell.

Deen Zoustand dauert bis 1806. Dat Joer dankt den däitsche Keeser Franz II., dee schonn 1804 Keeser vum éisträichesche Villvëlkerstaat ginn ass, op Drock vum franséische Keeser Napoleon of, andeems hien op d'Droe vun der Räichskroun verzicht. Ënner dem Napoleon gëtt d'Zuel vun däitsche Staaten duerch Fusioune staark verklengert, wouduerch vill Räichsstied hir Onofhängegkeet verléieren (Ee Moment gouf et 80 där Stied). De Wiener Kongress dreift d'Vereenegung weider a schliisslech grënnen 38 däitsch Staaten e lassenen Däitsche Bond (Deutscher Bund) ënner der Féierung vun Éisträich. Scho kuerz no der gescheiterter nationaler a liberaler Mäerzrevolutioun vun 1848/1849 kënnt et zur Kollisioun vu Preisen, dat ëmmer méi staark gëtt, mat der däitscher Groussmuecht Éisträich ëm d'Virmuechtsstellung am Däitsche Bond resp. an Europa, wat zum Däitsch-Éisträichesche Krich vun 1866 féiert. Preise gewënnt dee Krich, et kënnt duerno zu enger Deelung an domat zur Opléisung vum Däitsche Bond. Preisen annektéiert seng nërdlech Géigner aus dem Krich. Doduerch gëtt d'Zuel vun den däitsche Staaten nach eng Kéier méi kleng.

No der Grënnung vum Norddäitsche Bond am Uschloss dorun, natierlech ënner der Féierung vu Preisen, kënnt et, bal ouni siichtbaren Iwwergank, zur Grënnung vum Däitsche Räich. Allgemeng gëtt vun engem klengen Däitschland geschwat well Éisträich net dezou gehéiert. Zu dëser Grënnung kënnt et nom Franséisch-Preisesche Krich vun 1870/71 an der Proklamatioun vum preisesche Kinnek Wilhelm I. zum Däitsche Keeser (hien huet sech selwer net als Keeser vun Däitschland ugesinn, well dozou, senger Meenung no, och den däitschen Deel vun Éisträich misst gehéieren). Mat der Räichsgrënnung gehéieren op eemol Gebidder a Regiounen zu Däitschland, déi guer net méi zum Hellege Réimesche Räich Däitscher Natioun gehéiert haten, mä Stécker vu Preise baussent dem Räich waren. Dozou gehéieren Ost- a Westpreisen, Danzeg, an Deeler vum haitege Polen an och nach Schleswig. An den 1880er Joren huet dat Däitscht Räich op friddlechem Wee Kolonien an Afrika an Asien kaaft, woubäi déi bescht Kolonien awer scho laang anere gehéiert hunn.

Nom Enn vum Éischte Weltkrich (1914-1918) setzt d'Novemberrevolutioun vun 1918 der Monarchie am Däitsche Räich (an an Éisträich-Ungarn) en Enn. De Keeser (Wilhelm II.) dankt of an aus dem Däitsche Räich gëtt eng parlamentaresch-demokratesch Republik. Am Versailler Vertrag gëtt Däitschland vun den Alliéierten dozou gezwongen eng Rei vu Gebidder hierzeginn (Elsass-Loutrengen u Frankräich, Eupen-Malmedy un d'Belsch, Nordschleswig un Dänemark, d'Provënze Posen a Westpreisen an den Oste vun Uewerschlesien an de Süde vum ostpreisesche Krees Neidenburg u Polen, d'Memelregioun u Litauen an d'Hultschiner Ländchen un d'Tschechoslowakei, dozou kënnt de Verloscht vun all de Kolonien). Des Weidere muss Däitschland all Joer Reparatioune bezuelen, an dat iwwer en Zäitraum vun 80 Joer.

D'Weimarer Republik leit ënner stännege Konflikter tëscht demokrateschen an autoritäre Stréimungen. Dozou kënnt e wäitverbreete Refus vum Versailler Vertrag a wirtschaftlech Schwieregkeeten, déi deelweis och dovu kommen datt Däitschland muss, fir d'Reparatiounen ze bezuelen, immens Kreditter ophuelen. 1933 ass et mat där Republik eriwwer wéi de gebiertegen Éisträicher Adolf Hitler, mat Hëllef vu senger Partei, der NSDAP, un d'Muecht kënnt.

D'NSDAP mécht aus Däitschland ganz séier en totalitären Eeparteiestaat. Vun Ufank u gi politesch Géigner verfollegt, wärend de Judden eng kloer Ausgrenzungspolitik an d'Gesiicht bléist. Wärend dem Zweete Weltkrich gi schätzungsweis bis zu sechs Millioune Judden an Europa ëmbruecht (zanter den 1970er Jore gëtt dofir Holocaust gesot, d'Jude soe Schoah dofir). Dausende Membere vun anere Bevëlkerungsgruppen Sinti a Roma, Homosexueller, physesch a psychesch behënnert Mënsche gi verhaft oder falen dem Massemord zum Affer. Eng genee Zuel ass och hei net bekannt.

D'nationalsozialistescht Däitscht Räich war op Expansioun ausgeriicht: Fir d'éischt gëtt Éisträich 1938 nach ouni allze vill Widdersproch a mat Zoustëmmung vun der Bevëlkerung annektéiert (Anschluss), d'Annektioun vum däitsch bewunnte Sudeteland am selwechte Joer gëtt och nach relativ widdersprochslos vun de groussen europäesche Länner akzeptéiert. Mä den Ugrëff op Polen 1939 léist den Zweete Weltkrich aus, e Krich, dee weltwäit eng geschaten 55 Millioune Leit d'Liewe kascht. Fir dat (Grouss-)Däitscht Räich ass dëse Krich den 8. Mee 1945 eriwwer, mat enger Kapitulatioun ouni Konditiounen. Den Hitler huet sech schonn den 30. Abrëll suicidéiert gehat; déi iwwerliewend politesch a militäresch Haaptverantwortlech ginn an den Nürnberger Prozesser viru Geriicht gestallt.

D'NS-Diktatur huet an der Geschichtswëssenschaft, mä och an der Ëffentlechkeet, dozou gefouert, datt sech Froe gestallt ginn, déi wäit iwwer dës zwielef Joer erausginn, z. B. ob nëmmen den Hitler mat senger Clique, Deeler vun der däitscher Elite, eng Bevëlkerungsmajoritéit oder souguer dat ganzt däitscht Vollek fir d'Verbrieche verantwortlech ze maache sinn.

D'Alliéiert , ufanks d'USA, d'Sowjetunioun a Groussbritannien, méi spéit och d'Besatzungsmuecht Frankräich, beméie sech um Ufank vun der Besatzung nach ëm eng gemeinsam Politik an där Saach. Eens sinn si sech iwwer d'Demilitariséierung an d'Entnazifizéierung. Mä scho bei der Fro, wat een ënner enger Demokratie ze verstoen huet, kommen éischt Differenzen tëscht der Sowjetunioun engersäits an de Westmuechten anerersäits op. Am Ufank huet Frankräich nach Annektiounspläng vis-à-vis vun Däitschland.

Éisträich (mat der Konditioun neutrale Staat ze ginn) an d'Tschechoslowakei ginn erëm selbstänneg Staaten; Pole gëtt an neie Grenzen nees opgebaut woubäi dës Grenzen no Weste geréckelt goufen. De Joseph Stalin hat nämlech Pole grouss Deeler vum däitschen Oste versprach an der Sowjetunioun d'nërdlech Hallschent vun Ostpreisen, wat vun de Westmuechten op der Konferenz vu Potsdam nëmme mat Widderstand accordéiert gëtt. Allerdéngs hätt d'Verdreiwe vun den Däitsche missen human iwwer d'Bün goen, an déi polnesch a sowjetesch Verwaltung gouf provisoresch genannt.

D'Däitscht Räich gouf deemno definitiv opgeléist, an a sengem Kär ginn nei Staaten (an der Bundesrepublik méi spéit Bundesländer genannt) forméiert. Bei dem Zéie vun de Grenze vun dëse Staate spillen deelweis d'Grenze vun de Besatzungszonen eng Roll, z. B. tëscht Niddersachsen a Mecklenburg resp. Sachsen-Anhalt souwéi tëscht Thüringen an Hessen.

D'Bundesrepublik Deutschland gëtt den 23. Mee 1949 an den dräi westleche Besatzungszone gegrënnt; d'DDR de 7. Oktober 1949 an der Sowjetescher Besatzungszon. Domat war dat fréiert Däitscht Räich an zwéin nei Staaten opgedeelt a grouss Gebidder a Regioune waren den Nopeschstaaten zoukomm. D'Bundesverfassungsgeriicht stellt awer 1973 fest: Die BRD ist nicht 'Rechtsnachfolger' des Deutschen Reiches, sondern als Staat identisch mit dem Staat 'Deutsches Reich'. De Kale Krich tëscht West an Ost trennt Mëtteleuropa, d'Bundesrepublik an d'DDR duerch en Eisene Rideau. Eréischt e Muechtwiessel an der Sowjetunioun féiert zu (friddleche) Revolutiounen an um Schluss zum Zesummebrieche vun de kommunistesche Regierungen an der DDR an den anere Staate vum Warschauer Pakt. Mat dem Enn vum Eisene Rideau a Mëtteleuropa geet och erëm d'Grenz tëscht der Bundesrepublik an der DDR op. Den 3. Oktober 1990 trëtt d'DDR der Bundesrepublik bäi (däitsch Wiedervereinigung). Déi vergréissert Bundesrepublik ass domat och nees souverän ginn.

Zesumme mat Frankräich spillt (dat neit) Däitschland haut eng féierend Roll an der EU. Däitschland ass vir dobäi bei deene Staaten déi versichen, e méi vereenegt Europa ze schafen, mat engem politeschen, Verdeedegungs- a Sécherheetsapparat.

Kuckt heizou den Haaptartikel: Geschicht vun Däitschland.

Den nërdlechen Deel vun Däitschland, d'norddeutsche Tiefebene, ass en Déifland dat vun der Äiszäit geformt gouf. A Mëtteldäitschland fënnt een d'Mittelgebirge mat senge Bëscher. Am Süde sinn d'Alpen. Den déifste Punkt läit bei Neuendorf-Sachsenbande an der Wilstermarsch mat 3,54 m ënner dem Mierespigel. Den héchste Bierg ass d'Zugspitze mat 2.968 Meter.

Grouss Flëss an Däitschland sinn ënner aneren de Rhäin, d'Donau, d'Elbe, d'Weser, d'Oder. Extrem Wierderkonditioune wéi Dréchenten, Tornadoen, Stierm, an exzessive Frascht oder Hëtzt asw. si relativ seelen. Dat kënnt wuel och dovun, datt Däitschland an der geméissegter Klimazon läit. An de leschte Jore gouf et an Däitschland zwou schlëmm Iwwerschwemmungen déi vu villen als Zeeche vun der Klimaerhëtzung gesi ginn. Eng weider Indikatioun dofir kéint de Joerhonnertsummer 2003 gewiescht sinn, deen ee vun deene wäermsten zanter Joerzéngte war. D'Suite waren, ënner aneren, schlecht Rekolte bei de Baueren. Däitschland läit op der Eurasescher Plack. D'Grenzen zu anere Placke si wäit ewech, wat dann och erkläert firwat et bis elo keng schwéier Äerdbiewe mat den deementspriechende Suite gouf.

Kuckt heizou den Artikel: Däitsch Inselen

Haaptstad a Regierungssëtz ass Berlin; e puer Ministère sinn zu Bonn bliwwen. De Politesche System vun Däitschland ass federal an d'Land ass gréisstendeels als parlamentaresch Demokratie organiséiert. De Staat ass a 16 Bundesländer ënnerdeelt. Däitschland ass Member vun der EU, der NATO an dem G8.

Déi gréisst däitsch Stied si Berlin, Hamburg, München a Köln. Dat gréisst Ballungsgebitt ass d'Ruhrgebiet. Déi fënneftgréisst Stad, an zugläich däitsch Finanzmetropol, ass Frankfurt am Main, wou och de gréissten däitsche Fluchhafen ass, de (Rhein-Main-Fluchhafen). Dësen ass an Europa den zweetgréissten a bei der Fracht de gréissten.

Kuckt heizou d'Artikelen: Lëscht vun den däitsche Stied, Lëscht vun den däitsche Groussstied

Haaptstad a Regierungssëtz vun der Bundesrepublik Däitschland ass Berlin. Duerch den Artikel 20 GG ass d'Bundesrepublik Deutschland eng demokratesch, sozial a rechtsstaatlech Republik. Et gëtt 16 deelsouverän Länner (Bundeslänner), vun deenen der e puer a Regierungsbezirker ënnerdeelt sinn. D'Grundgesetz, ass d'Konstitutioun vun Däitschland a gouf 1949 geschriwwen. Staatschef ass de Bundespresident dee méi representativ Aufgaben iwwerhëlt. De Regierungschef ass de Bundeskanzler. Hien huet Richtliniekompetenz fir d'Politik vun der Bundesregierung (Däitschland ass eng Kanzlerdemokratie).

Däitschland ass e Bundesstaat dee féderal organiséiert ass, d. h. et gëtt zwéin Niveauen am Politesche System: de Bund, deen de Gesamtstaat Däitschland an d'Länder no bausse vertrëtt. All Niveau huet seng eegen exekutiv, legislativ a judiciaire Organer.

De Bundestag an de Bundesrat decidéieren zesummen iwwer Gesetzer vum Bund an hunn d'Recht mat enger jeeweileger 2/3-Majoritéit d'Konstitutioun z'änneren. An de Länder decidéieren dLänderparlamente (en Landtag resp. eng Bürgerschaft) iwwer d'Gesetzer vun hirem Land. D'Députéiert sinn no der Konstitutioun ganz op sech gestallt wa se sollen entscheeden; trotzdeem dominéieren intern Virentscheedungen an de Parteien d'Législatioun.

D'Exekutiv besteet um Niveau vum Bund aus der Bundesregierung, déi vum Bundeskanzler presidéiert gëtt. Um Niveau vun de Länder presideiert de Ministerpresident (resp. d'Buergermeeschtere vun de Stadstaaten) d'Exekutiv. D'Verwaltunge vum Bund an de Länner gi jeeweils duerch déi entspriechend Ministere gefouert, si stinn dunn och op der Spëtzt vun de Verwaltungen.

Wéi an alle Länner spille Verbänn am politesche System eng wichteg Roll. Duerch hir Aarbecht als Lobby probéiere si, d'Politik an d'Richtung vun hire jeeweilegen Interessen ze steieren. Dës Tatsach ass staark ëmstridden a souwisou gëtt se net gär vun deene Verbänn gesinn, déi duerch déi Lobbyasrbecht negativ betraff sinn.

D'Bundesverfassungsgeriicht ass zoustänneg fir d'Anhale vum Grondgesetz. Déi ieweschst Geriichtshäff vum Bund sinn de Bundesgerichtshof zu Karlsruhe, d'Bundesverwaltungsgericht zu Leipzig, d'Bundesarbeitsgericht, d'Bundessozialgericht an den Bundesfinanzhof zu München. De Groussdeel vun der Applikatioun vum Recht läit an den Hänn vun de Länner. D'Geriichter vum Bund sinn nëmme fir d'Revisiounen zoustänneg a kontrolléieren, ob d'Decisioune vun de Geriichter aus de Länner formal dem Recht entspriechen.

Kuckt heizou d'Artikelen: Politesche System (Däitschland), Politesch Parteien (Däitschland), Grundgesetz

Déi bundesdäitsch Aussepolitik huet als Prioritéit d'Verbindung mam Westen. Däitschland huet beim Opbau vun europäeschen organisatorische Strukturen en entscheedenden Undeel; d'Zil war dobäi laang Zäit, datt den Nopere soll d'Angscht virun Däitschland geholl ginn, an doduerch och d'Limitéierungen duerch d'Besatzer iwwerflësseg ze maachen. D'Bundesrepublik ass zanter 1950 Member vum Europarot an huet 1957 de Traité vu Roum ënnerschriwwen, de Grondstee vun der EU vun haut.

Wärend dem Kale Krich war déi däitsch Aussepolitik zimmlech limitéiert. Dat wichtegst Zil war déi däitsch Eenheet. Militärasätz am Ausland koumen net a Fro, obwuel d'Stationéierung vun amerikanësche Rakéiten a Betruecht gezunn gi war.

Zanter e puer Joer ass d'Bundeswehr - si däerf sech net un Ugrëffskricher bedeelegen an ass just do fir d'Verteidegung vum Land an de Partnerstaaten - a verschiddene Friddensmissiounen a Konflikter dobäi (jeegleche Militärasaatz muss vum Bundestag accordéiert ginn):

Däitschland feelt et u primäre Ressourcen, dofir ass seng Économie gréisstendeels op den industriellen an den Déngschtleeschtungssecteur konzentréiert. Grouss Fläche vum Land ginn allerdéngs landwirtschaftlech exploitéiert (nëmmen 2-3 % vun alle Beschäftegte sinn am Akerbau). Däitschland ass mat engem Bruttoinlandproduk vun iwwer 2,07 Billiounen Euro déi drëttgréisste Vollekswirtschaft an Industrienatioun op der Welt. Ausserdeem exportéiert Däitschland méi wéi jiddwer anert Land op der Welt. Beim Liewensstandard, dem Human Development Index, läit Däitschland allerdéngs nëmmen op der 18. Plaz an der Welt.

Am Moment leit déi däitsch Wirtschaft un enger aussergewéinlech héijer Aarbechtslosegkeet, virun allem an Ostdäitschland, an un engem relativ niddrege Wirtschaftswuesstëm. D'Sich no den Ursaache vun dëser Kris spléckt d'Gesellschaft: De Patronat an neoliberal Économiste gesinn dee staarken däitsche Sozialstaat als Grond, well duerch déi héich Lounniewekäschten d'Betriber an déi méi gënschteg Nopeschlänner auswäichen. Gewerkschaften a Globaliséierungskritiker stäipe sech op keynesianistesch Modeller a behaapten, datt Kierzungen an de soziale Beräicher den nationale Marché schwäche kéinten.

Als weltwäit konkurrenzfäegst Branchë vun der däitscher Industrie gëllen d'Automobil-, d'elektrotechnesch, d'Maschinnebau- an d'Chimiesindustrie.

Kuckt heizou den Artikel: Wirtschaftsplaz Däitschland

Däitschland ass flächeméisseg e bësse méi grouss wéi säi Nopeschland Polen, huet awer mat ronn 82,5 Mio. Mënsche méi wéi duebel sou vill Awunner. Dovu sinn, ethnësch gesinn, ronn 68 Mio. vun däitscher Ofstamung a ronn 15 Mio. anerer Ofstamung. 74,981 Mio. Mënschen hunn déi däitsch Nationalitéit, e puer dozou och nach eng vun engem anere Land. 7,543 Mio. Mënsche sinn Auslänner, also ongeféier 10 % vun der Populatioun.

Kuckt den Artikel: Wunnbevëlkerung an Däitschland

Offiziell Schrëft- an Amtssprooch ass Standarddäitsch och nach Houdäitsch genannt. Donieft gëtt et e puer néier-, mëttel- an uewerdäitsch Dialekter, déi deelweis bis an dat not Ausland erareechen.

Unerkannte Minoritéitesprooche sinn Dänesch, Frisesch,Sorbesch a Romanes. Donieft gëtt et och nach nidderdäitsch (Niddersächsesch an Nidderfränkesch) Regionalsproochen. Niddersächsesch ass zanter 1994 duerch d'Sproochecharta vum Europarot unerkannt.

D'Sprooche vun deene Leit déi keng däitsch Originnen hu respektiv deenen hir Mammesprooch net däitsch ass, schwätzen, genee wéi hir Nokommen, virun allem Russesch (ongeféier 5 Mio.), Tierkesch (ongeféier 3 Mio.), Polnesch (ongeféier 2 Mio.). D'Sproochen aus Ex-Jugoslawien, d'Spuenescht a verschidde Sproochen aus den islamesche Länner wäerte méiglecherweis vum Däitschen assimiléiert ginn, anerersäits schéngt et awer och ëmmer méi zu enger Ghettoiséierung ze kommen, vun enger ëmmer méi grousser Zuel vun Immigranten, déi keen Däitsch kënnen.

Duerch d'Grondgesetz ass eng Gedanken-, Gewëssens- a Reliounsfräiheet festgeluecht.

D'Majoritéit vun der däitscher Bevëlkerung ass enger chrëschtlecher Konfessioun ugehéiereg: Réimesch-kathoulesch Kierch 32,4 %, Evangelesch Kierch 32,0 %, Orthodox Kierch 1,14 % an e minime Prozentsaz ass Member an de chrëschtlesche Fräikierche wéi z. B. de Baptisten (Evangelesch Fräikierchlëch Kierch), de Methodisten, der Fräier Evangelescher Kierch an verschiddenen aneren Ofzweigunge vum Chrëschtentum.

Zu de bedeitende Reliounen an Däitschland gehéieren och den Islam (zirka 3,2 Mio. oder 3,8 % vun der Bevëlkerung), d'Zeugen Jehovas (zirka 164.000 oder 0,2 % vun der Bevëlkerung) an d'Juddentum (zirka 100 000 oder 0,12 % vun der Bevëlkerung).

Ongeféier 27 % vun der däitscher Bevëlkerung (virun allem an den neie Länner) déklaréiern, datt si kenger Relioun ugehéieren. Ausser deene meeschte Relioune gëtt et an Däitschland och Memberen a Symphatisante vun de verschiddenste Sekten a spirituelle Beweegungen.

Däitschland gouf zanter der fränkescher Zäit christianiséiert. D'Reformatioun huet am 16. Joerhonnert an Däitschland an an der Schwäiz ugefaangen, ugestouss duerch Leit wéi den Ulrich Zwingli an de Martin Luther. D'Reformatioun ass nach haut déterminéierend fir d'reliéis Landschaft an Däitschland.

Vun de Membere vun den unerkannte Communautéite gëtt eng Kirchenstéier verlangt, den Erléis geet un d'Kirchen.

Kuckt heizou den Artikel: Reliounen an Däitschland

Wéinst der dezentraler Struktur vun Däitschland gëtt et eng Abberzuel vu kulturellen Institutiounen an Événementer, virun allem an de grousse Stied.

Bayreuther Festspiller,
Berliner Festwochen,
Berliner Philharmonisches Orchester,
International Filmfestspiller vu Berlin (Berlinale),
Laang Nuecht vun de Muséeen zu Berlin,
Frankfurter Buchmesse,
Leipziger Buchmesse,
Internationale Kurzfilmtage Oberhausen

Déi Däitsch ginn, respektiv goufen, am Réckbléck op eng aussergewéinlech grouss Zuel vun Erfinder a bedeitende Wëssenschaftler (Carl Benz, Otto Hahn, Max Planck, Wilhelm Conrad Röntgen, Albert Einstein, Wernher von Braun, Werner von Siemens asw.), hire klassesche Schrëftsteller Literatur (Goethe, Schiller asw.), hire berüümte Komponisten (Beethoven, Wagner, Bach, asw. ) an hire Philosophen (Kant, Marx, Nietzsche, etc.) als Volk der Dichter und Denker bezeechent.

Kuckt heizou den Artikel: Lëscht vun de bedeitenden Däitschen

Déi beléiftest Sportaart an Däitschland ass de Foussball; 6,3 Mio. Aktiver aus 170.000 Clibb sinn am DFB organiséiert, deen 2006 d'Foussball-Weltmeeschterschaft ausgeriicht huet. Wat d'Televisiounsquote betrëfft, kann nëmmen d'Formel 1 mat dem Foussball mathalen. Tennis huet nom Enn vum Boris Becker an dem Steffi Graf hir Carrière u Popularitéit verluer.

D'Bildung an Däitschland läit an den Hänn vun de Länder, gëtt allerdéngs duerch d'Bundeskultusministerkonferenz gereegelt. An alle Länner gëtt et eng néngjäreg Schoulflicht, d'Héichschoulmaturitéit kritt een, jee no Land, no zwielef oder dräizéng Schouljoer.

Quasi all Jugendleche geet duerno op eng weiderféierend Bildungsariichtung. Auszebildender an de Betriber ginn een oder zwéin Deeg an der Woch an eng Beruffsschoul. Studente kënnen tëscht wëssenschaftlëchen Universitéiten a méi praxisorientéierte Fachhéichschoule wielen.

D'Weiderbildung am Beruff spillt och eng grouss Roll. Aarbechtslosen deelt d'Aarbeechtsamt Weiderbildungsbongen aus.

Reegelméisseg gëtt Däitschland an de leschte Jore vun der OECD fir seng Bildungspolitik kritiséiert. D'Problemer am System ginn zwar erkannt, mä verbessert gouf nach näischt. Déi däitsch Depensë fir d'Bildung leien am OECD-Vergleich ënner dem Duerchschnëtt. E besonnesche Schwaachpunkt sinn dobäi déi éischt Schouljoren, dogéint gëtt vill an d'Héichschoulen investéiert.

De Stroosseverkéier huet an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert d'Eisebunn als wichtegst Verkéiersmëttel ofgeléist. Däitschland huet eent vun den dichteste Stroossennetzer op der Welt, mat 11.980 km Autobunn an 41.386 km Stroosse vum Bund. D'Eisebunnsnetz vun der Deutsche Bahn AG ass an de leschte Joren ëmmer méi kleng ginn, wärend de Fluchverkéier ëmmer méi zougeholl huet. De Fluchhafe vu Frankfurt am Main ass d'Haaptachs vun der däitscher Fluchgesellschaft Lufthansa. Obwuel d'Ëmweltschied doduerch ëmmer méi grouss ginn an virun allem duerch déi zwee Verkéiersmëttel d'Global Erhëtzung accéléréiert gëtt, ass déi däitsch Verkéierspolitik op weidert Subventionéiere vu Strooss a Fliger amplaz op d'Subventiounéiere vun der Eisebunn ausgeriicht.

Kuckt dozou d'Artikelen: Lëscht vun den däitschen Eisebunnsgesellschaften, Lëscht vun den Autobunnen an Däitschland, Lëscht vun den Eisebunnsstrecken an Däitschland

D'Feierdeeg an Däitschland ginn duerch Gesetzer vun den eenzele Länder gereegelt. Néng Feierdeeg an all d'Sonndeger gëllen a ganz Däitschland no der Konstitutioun als Tag der Arbeitsruhe und der seelischen Erhebung.




#Article 215: Dräi Kinnekräicher vu Korea (339 words)


DDräi Kinnekräicher vu Korea waren d'Kinnekräicher Goguryeo, Baekje a Silla, déi d'koreanesch Hallefinsel an d'Mandschurei vum 1. Joerhonnert v. Chr. bis zum 7. Joerhonnert occupéiert hunn. Aner méi kleng Kinnekräicher a Stämm hu wärend an no dëser Period bestanen, zu deenen ënner anerem Gayac, Dongye, Okjeo, Buyeo, Usan, an Tamna zielen.

D'Period fänkt traditionell 57 v. Chr. un, wéi d'Kinnekräich vu Saro am Süd-Oste vun der Hallewinsel eng gewëssen Onofhängegkeet vis-à-vis vun der Han Dynastie gewënnt. Déi zwee aner, Koguryŏ (nërdlech a südlech vum Floss Yalou) a Paekche am Süd-Oste vun der Hallefinsel (ronderëm d'haitegt Seoul) gi 37 respektiv 18 v. Chr. vu China onofhängeg. Dëst Kinnekräich trennt sech vu Koguryŏ a gëtt zu engem Asyl fir Baueren, déi virun engem kriegeresche Staat fortlafen. D'Haaptstad war um Ufank Ungjin (haut Gongju oder Chongju), duerno Sabi (haut Puyo) südëstlech vu Seoul. D'Gaya-Staaten (가야) trenne sech vu Paekche am 1. Joerhonnert eiser Zäit.

D'Verschwanne vum Räich vun der Han Dynastie ufanks vum 3. Joerhonnert, huet et deenen dräi Kinnekräicher erméiglecht, sech weiderzeentwëcklen. D'héich koreanesch Gesellschaft entdeckt de Konfuzianismus zanter dem 1. Joerhonnert. Dësen huet awer am Buddhismus säi Géigner fonnt.

Koguryŏ, dat gréisst vun den dräi Kinnekräicher, hat zwou Haaptstied, Nangnang (haut Pyongyang) a Kungnæ um Floss Yalou. Ufanks war et nëmmen eng Federatioun op der Grenz mat China, mä no a no eruewert Koguryŏ ëmmer méi Territoiren an der Mandschurei a verdreift am Joer 313 déi lescht Chineesen vun Nangnang. De kulturellen Afloss war awer net méi réckgängeg ze maachen, an de Buddhismus gëtt offiziell Relioun am Joer 372.

Am 4. Joerhonnert war Paekche wirtschaftlech zimmlech gutt drun, an huet quasi eng Hallschent vum südlechen Deel vun der Hallefinsel dominéiert.

D'Kinnekräich Saro, wat 503 a Silla emgedeeft gouf, eruewert d'Staate Kaya oder Gaya (befestegt Stied) a senger Noperschaft Ufanks vum 6. Joerhonnert. D'Haaptstad war Gumsong (haut Gyeongju oder Kyongju). De Buddhismus gëtt offiziell Relioun am Joer 528.

Mat der chineesescher Tang Dynastie liéiert, annexéiert Silla Koguryŏ am Joer 668, nodeem Paekche schonn 660 eruewert gouf, wat zur Silla Period féiert.




#Article 216: Dominique Heckmes (147 words)


Den Dominique Heckmes, gebuer den 1. September 1878 zu Hoen, a gestuerwen de 4. Februar 1938 um Lampertsbierg, war e lëtzebuergesche Komponist a Musekkritiker.

Hien ass zu Hoen opgewuess, huet Piano an Uergel studéiert an ass zu Lëtzebuerg op de Seminaire gaangen. Nodeem hien zum Geeschtleche geweit gi war, huet de Mgr. Koppes hien op Oochen geschéckt fir Musek ze studéieren. 1908 ass hie Chouerregent vun der Maîtrise vun der Kathedral zu Lëtzebuerg ginn.

Hien huet haaptsächlech geeschtlech Wierker komponéiert, verschidde Massen a cappella oder mat Uergel an Orchester, Kantaten a verschidde Stécker fir Chouer. Nach haut gi Wierker opgeféiert, wéi d'Missa Consolatrix Afflictorum op. 2, O Maria, Domine Salvum fac, Veritas mea, In te Dominum speravi, an dLitaniae Lauretanae. Wéinst sengem polyphonen, spéitklasseschen a romantesche Kompositiounsstil gëtt den Dominique Heckmes och Bruckner vu Lëtzebuerg genannt.

De 4. Februar 1938 ass den Dominique Heckmes um Lampertsbierg gestuerwen.




#Article 217: Edikt vu Fontainebleau (1685) (553 words)


Den 18. Oktober 1685 gëtt den Edikt vun Nantes duerch den Edikt vu Fontainebleau widderruff. Den Edikt vun Nantes war domat iwwer 80 Joer gëlteg.

Den Henri IV. hat et 1589 fäerdeg bruecht, de sougenannte Reliounskricher a Frankräich en Enn ze setzen, andeems e mam Edikt vun Nantes dat protestantescht Bekenntnes a Frankräich erlaabt huet. De Louis XIII. an de Richelieu hunn zwar de Protestanten (Hugenotten) hiert Gewiicht am Land reduzéiert, mä och si hunn d'reliéis Toleranz a Kraaft gelooss.

De Louis XIV. huet säi Beruff als Roi Très Chrétien ganz genee geholl. Fir hie sollt et a Frankräich nëmmen eng Konfessioun (= Bekenntnes) ginn, an zwar de Katholizismus. Virun allem war hien der Meenung, datt d'Protestanten ze vill republikanesch Iddien hunn. Nom Doud vum Mazarin gouf et ronn eng Millioun Protestanten a Frankräich, mat ëm déi 900 Tempelen (= protestantesch Gotteshaiser).

An enger éischter Phas, bis 1680, huet d'franséisch Monarchie dorop gebaut, datt sech vill Protestante géifen zum Katholizismus bekéieren, wann et hinne verbuede wier, hiert Bekenntnes auszeliewen. Dofir gouf sech Wuert fir Wuert op den Edikt vun Nantes beruff, andeems zum Beispill d'Protestanten aus allen ëffentleche Funktiounen erausgehäit goufen. Den Edikt war effektiv, wat dat Theema ugaangen ass, net ganz kloer. D'Mooss vun de Strofe gouf erhéicht, fir all déi, déi sech net un déi nei Bestëmmunge gehalen hunn. De Gleewege gouf verbueden z'emigréieren, keng Synod konnt ouni den Accord vum Kinnek ofgehale ginn, a si hu sech net däerfe mat Katholicke bestueden. Begriefnesser vu Protestante konnten nëmme moies fréi oder owes spéit duerchgefouert ginn. Psalmen hunn nëmmen nach doheem oder am protestantesche Gotteshaus däerfe gesonge ginn, an net méi an der Ëffentlechkeet. 1676 gouf souguer eng extra Keess ageriicht, fir déi, déi sech zum Katholizismus bekéiert hunn, ze belounen.

Dat goung awer nach net duer, fir de Protestantismus aus Frankräich erauszekréien, a 1685 sinn d'Verfolgungen am Béarn an am Languedoc weidergaangen. Ëmmer méi Leit hu sech zum Katholizismus bekéiert, a sou koum et, datt de Louis XIV. fonnt huet, den Edikt vun Nantes wier iwwerflësseg, well jo souwisou kee Protestant méi am Land wier. Dat huet dunn zur Revokatioun vum Edikt vun Nantes, duerch den Edikt vu Fontainebleau, geféiert.

D'Protestanten hate vun elo u kee Recht méi, hir Konfessioun ze praktizéieren, a si hunn hir Kanner misse kathoulesch deefe loossen. Vill vun dësen neie Katholicken  hunn dat natierlech net éierlech gemengt a sinn am Geheimen dem Protestantismus nawell trei bliwwen. Sou si se zwar mat an d'Mass gaangen, hunn awer net kommunizéiert. Wann se liesen oder schreiwe konnten, hu se hire Kanner doheem hir Konfessioun weiderginn.

ZéngDausende vu Protestanten hunn doropshi beschloss, d'Land ze verloossen, wouvun der 50.000 bis 60.000 an Holland ausgewandert sinn, 40.000 bis 50.000 an England, 30.000 an Däitschland, 22.000 an d'Schwäiz an 10.000 bis 15.000 an d'englesch Kolonien an Nordamerika. Dacks waren dat gutt Handwierker, Offizéier, Geschäftsleit oder Wëssenschaftler.

De Protestantismus huet a Frankräich trotzdeem iwwerlieft, well verschidde Géigenden, wéi d'Cévennen, hanner Nîmes a Montpellier, sech gutt gëeegent hunn, fir Widderstand ze leeschten. Dem Louis XIV. seng antiprotestantesch Politik war deemno keen Erfolleg, am Géigendeel, säi Räich huet ganz vill dichteg Leit zu Gonschte vu senge Géigner verluer, an de Protestantismus huet nawell a Frankräich weiderbestanen. Spéider, ënner dem Louis XVI., koum et nees zu engem Toleranzedikt, deen de 7. November 1787 zu Versailles ënnerschriwwe gouf.




#Article 218: Europäeschen Ombudsmann (338 words)


Den Europäeschen Ombudsmann (oder Mediateur) ass de Vermëttler tëscht den europäesche Bierger an den europäeschen Institutiounen. All Bierger, all Entreprise, a jiddwereen, deen an engem EU-Land säi Wunnsëtz huet, ka bei him eng Plainte areechen, wann e fënnt, datt eng vun dësen Institutiounen net rechtméisseg oder net reglementär gehandelt huet.

Seng Funktioun gouf duerch den Traité iwwer d'Europäesch Unioun (Traité vu Maastricht) 1992 agefouert. Den europäeschen Ombudsmann gëtt op fënnef Joer vum Europäesche Parlament gewielt. Zanter 2013 ass dat d'Emily O'Reilly. Hire Virgänger war, vun 2003 bis 2013, den Nikiforos Diamandouros.

 

Wann der Iech als Affer vun schlechter Administratioun (kuckt uewen) duerch en Organ oder eng Instanz vun der EU spiert, musst Der Iech fir d'éischt op normalem administrative Wee un dëst wennen, fir ze probéieren, sou d'Situatioun riicht gebéit ze kréien.

Wann dat net geléngt, kënnt der eng Plainte beim Mediateur areechen.
Dëst däerf net méi spéit wéi 2 Joer nodeem der vun dëser 'schlechter Administratioun' gewuer gouft, geschéien.
An ärer Plainte musst der genee uginn, wien der sidd, an iwwer wat der iech beschwéiert. Dir kënnt froen, datt är Donnéeë vertraulech behandelt ginn. Eng wichteg Konditioun, fir datt är Plainte ka vum Ombudsmann behandelt ginn, ass, datt se (nach) net virun engem Geriicht agereecht ginn ass.

Méi genee Detailer fannt der um Europäeschen Ombudsmann senger Websäit.

Den Europäeschen Ombudsmann mécht eng Enquête op. D'Europäesch Institutiounen mussen him all déi Informatiounen iwwer déi Saach, ëm déi et geet, liwweren, an him Zougank zu deenen Dossiere ginn.

Wann de Mediateur da feststellt, datt et sech effektiv ëm schlecht Administratioun gehandelt huet, informéiert en déi betraffen Institutioun doriwwer a mécht e Projet wat hie wëlles huet, ze recommandéieren. Dës Institutioun huet dann 3 Méint Zäit, fir dozou Stellung ze huelen an hir Meenung zu där Saach ze ginn.

Duerno mécht de Mediateur säin definitive Rapport fir d'Europäescht Parlament an déi betraffen Institutioun an informéiert deen, dee sech beschwéiert huet, iwwer d'Resultat vun senger Enquête.

D'Fäll, mat deenen en ze dinn hat, publizéiert de Mediateur all Joer an engem Rapport.




#Article 219: Iechternacher Sprangprëssessioun (577 words)


DIechternacher Sprangprëssessioun ass e reliéise Cortège, deen all Joer op Päischtdënschdeg zu Iechternach ofgehale gëtt. Op eng Zort Polkamelodie sprangen d'Participanten a Reien, duerch d'Stroosse vun der Stad an dann an d'Basilika, bei d'Graf vum hellege Willibrord.
()

Déi haiteg Form vun der Sprangprëssessioun geet an d'19. Joerhonnert zréck. Mä Temoignage loossen hir Originn bis an d'Spéitmëttelalter zréckverfollegen.

Déi eelst Quell ass déi vum Abbé Thiofrid († 1110), dee vun enger Pilgerprëssessioun bei d'Graf vum Willibrord geschriwwen huet. Et goung doran awer keng Rieds vun engem Danz. Am Mëttelalter goufen déi Gemengen, déi vun der Iechternacher Abtei ofhängeg waren, dozou forcéiert, an der Päischtwoch hiren Undeel fir d'Kierch ofzeginn. Dëst huet sech Bannprëssessioun genannt. 1497 goufen an engem Justiztext Helleger, déi danzen ernimmt. Déi éischt bildlech Representatioun vun der Sprangprëssessioun geet zréck op d'Joer 1604.

Wéi et zum Danzen oder Sprange koum, ass net ganz kloer: De Willibrord, wéi och de Jang den Deefer an de Väit (Vitus) , waren Helleger zu deene bei Nervekrankheeten, Krämp oder Epilepsie gebiet gouf. Ausdréck wéi Wilwertskränkt, Iechternacher Krankheet oder och nach Krankheet vum Hellege Jang goufen dacks mat der Sprangprëssessioun a Verbindung bruecht. Et ass dofir unzehuelen, datt Kranker, wéi z. B. Spastiker, an der Prëssessioun matgefouert goufen, oder awer d'Leit an der Prëssessioun sech sou beweegt hunn, fir dës Krankheeten net ze kréien. Eng aner Theorie seet, datt d'Sprangprëssessioun sech aus enger ziviliséierter Form vun de Gäisselprëssessiounen entwéckelt huet, déi besonnesch am 14. Joerhonnert als Mëttel géint d'Pescht verbreet waren.

Am 18. Joerhonnert, dem Joerhonnert vun der Opklärung, gouf dat Gesprangs souwuel vu weltlecher wéi vu kierchlecher Säit ëmmer méi kritiséiert. Déi eng hunn et als Ausdrock vun Obskurantismus gesinn, déi aner hunn dEntgleisunge bedauert, wann d'Leit ze vill excitéiert goufen. Sou huet den Tréierer Bëschof 1777 d'Sprangprëssessioun verbueden, well se net vernënfteg wier. Och de Jousef II. huet 1786 all Prëssessioune verbidde gelooss, huet dat Verbuet awer geschwënn duerno nees ophiewe gelooss, warscheinlech, well souwisou kee sech dru gehalen huet. Dat Hin an Hier goung virun: d'Franséisch Revolutioun huet se verbueden, den Napoleon huet se 1801 erëm erlaabt. D'Fraen hunn d'Recht kritt, matzemaachen.

Hautdesdaags gëtt d'Sprangprëssessioun vum Willibrordus-Bauveräin organiséiert, deen och d'Reiefolleg vun de Pilger- a Museksgruppen, de Parcours, asw. festleet.

Den Danzschrëtt ass néierens festgeschriwwen. Deen éischte Film-Temoignage weist, datt am Ufank vum 20. Joerhonnert verschidde Leit e puer Schréck no vir, dann nees zréckgespronge sinn. Dacks waren dat dräi Schrëtt no vir an zwéin no hannen. Dës Reegelung, déi ëmmer erëm fir Chaos gesuergt huet, a warscheinlech net historesch ass, gouf 1947 definitiv ofgeschaaft. Zanterhier spréngt ee vum rietsen op dee lénkse Fouss, heiansdo, andeems een d'Been schwéngt.

Opgestallt gëtt sech am Abteishaff a Reien zu 5, an deene jiddweree sech u sengem Noper mat engem wäissen Nuesschnappech unhält. Et ass keng Tenue virgeschriwwen, vill Sprénger passe sech awer der traditioneller Tenue vun den Iechternacher Sprénger un: Schwaarz Box/Jupe a wäisst Hiem oder Blus, folkloristesch Tenuen (z. B. Dirndl) sinn net zougelooss. Gespronge gëtt am Rhythmus vun enger traditioneller Polkas-Weis.

D'Motivatioun, bei der Sprangprëssessioun matzemaachen, ass haut souwuel eng reliéis, wéi och eng traditionell: fir vill Schüler aus dem Iechternacher Kolléisch ass et z. B. nach ëmmer eppes ganz Besonnesches, do matzesprangen.

De 16. November 2010 huet d'UNESCO zu Nairobi d'Iechternacher Sprangprëssessioun op hir Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder gesat.

Zu Lëtzebuerg an an den Nopeschlänner gëtt d'Iechternacher Sprangprëssessioun gär als Bild oder Verglach geholl, fir auszedrécken, datt eppes just schwéierfälleg an no vill Gedeessems virugeet.




#Article 220: Françoise Groben (125 words)


DFrançoise Groben, gebuer de 4. Dezember 1965 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 28. Mee 2011, war eng lëtzebuergesch Cellistin.

D'Françoise Groben huet am Stater Conservatoire ugefaangen Cello beim Georges Mallach ze studéieren, an duerno op der Musikhochschule Köln an der Meeschterklass beim Boris Pergamenschikow d'Etuden ofgeschloss. Am Joer 1990 huet si den zweete Präis vum prestigiéisen Tchaikovski-Concours vu Moskau kritt.

Zanter 1998 war si Cellistin am Zehetmair Quartet, dee vum Thomas Zehetmair gegrënnt ginn ass an op der ganzer Welt optrëtt.

D'Françoise Groben huet, mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Generalbank, op engem Matteo-Goffriller-Cello vu 1695 gespillt. D'Bank huet d'Instrument am Dezember 2012 dem Orchestre philharmonique du Luxembourg iwwerginn, wou et den Numm Le Luxembourgeois krut.

D'Françoise Groben war d'Duechter vum Joseph Groben.




#Article 221: Les danseurs d'Echternach (123 words)


Les danseurs d'Echternach ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm aus dem Joer 1947.

De Film besteet aus zwéin Deeler:

Was man in der Vergangenheit von der Echternacher Springprozession auf dem kinematographischen Zelluloid festgehalten hat, war meist nur Reportage. Hier gibt es dazu gute und beste Gestaltung. Die Aufnahmen sind glücklich ausgewählt, sie berücksichtigen alle Phasen der Prozession, da dröhnen die Glocken, da stürmen gegeneinander die Stimmen der einzelnen Sänger, da stauen sich die Massen, es flutet das Wogen der Springer, ein unruhiger Sturm in den engen Gassen. - Luxemburger Wort.

Les danseurs d'Echternach war den éischte lëtzebuergesche Film, deen zu Cannes um Filmfestival gewise gouf (1947, an der Kategorie Documentaire).

De Film ass ze fannen um DVD vum Film Magno Tripudio (2009) vum Georges Fautsch 




#Article 222: One-Reel Picture Show (177 words)


One-Reel Picture Show ass e Kuerzfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Andy Bausch aus dem Joer 1983. En ass d'Adaptatioun vun enger Kuerzgeschicht vum E. A. Poe, The Tell-Tale Heart, déi schonn e puermol virdru verfilmt gouf.

En hat am Oktober 1984 Première am Kinosch, wou en zesumme mat Van Drosselstein an ... der Däiwel gewise gouf.

True! - nervous - very, very dreadfully nervous I had been and am; but why will you say I am mad?
Dat ass den Ufank vum Poe senger 6-Säite Geschicht, déi 1843 fir d'éischt gedréckt gouf. Den Auteur léisst de Protagonist an der éischter Persoun erzielen, wéi en de Muerd un engem Mann, deen am selwechten Haus gewunnt huet, geplangt an ausgefouert huet. An dat, well een A vum Mann, deem vun engem Geier geglach huet, an him schrecklech Angscht agejot huet. En huet dunn den ale Mann ëmbruecht an ënner sengem Zëmmerbuedem verstoppt. Wéi Poliziste bei de Mäerder koumen, do huet e se souguer opgefuerdert fir d'Haus ze duerchsichen. Mä op eemol héiert en d'Häerz vum Doudege schloen,... ëmmer méi haart.




#Article 223: D'sandauer (114 words)


D'sandauer ass e lëtzebuergesche Film vum Christian Delcourt aus dem Joer 1993.

Eng Fra begéint duerch Zoufall en ale Schoulkolleg. Gefiller vu fréier erwächen erëm tëscht deenen zwee.

De Film sollt eigentlech eng normal Laangfilmdauer hunn. Du wollt de Filmfong de Projet op 20 Minutte stutzen. Schliisslech koum eppes an der Mëtt dobäi eraus, eng Längt vu 40 Minutten, déi de Marc Krippler am LW fir ubruecht hält. D'sandauer ass deen éischte Film vun der Produktiounsfirma Filmkessel, deen an d'Kinoe koum.

Vor allem Nicole Max als Nelly versteht es mit ihrem sensiblen Spiel, eine breite Palette von Gemütszuständem auszudrücken.Aber auch die beiden anderen Hauptdarsteller, Alexandra Ley und Conny Scheel sind überzeugend. (Telecran, Marc Krippler)




#Article 224: Gábor Darvas (129 words)


De Gábor Darvas gebuer den 18. Januar 1911 zu Szatmárnémeti (Siebenbürgen), haut Satu Mare (Rumänien, a gestuerwen den 18. Februar 1985 zu Budapest) war en ungaresche Komponist a Musekswëssenschaftler.

De Gábor Darvas (bis 1952 Gábor Steinberger) gouf 1911 zu Szatmárnémeti a Siebenbürgen gebuer. 1918 ass hie mat senger Famill op Budapest geplënnert, wou en an de Lycée an an de Conservatoire gaangen ass. Vun néng Joer un huet hie Piano geléiert an tëscht 1926 an 1932 studéiert hien op der Franz-Liszt-Musekakademie zu Budapest; fir d'éischt Fagott, duerno Kompositioun beim Zoltán Kodály.

An den 30er Jore si seng Orchesterkompositiounen dacks a Concerten a besonnesch am ungaresche Radio gespillt ginn. 1939 verléisst hien Ungarn a lieft am Zweete Weltkrich am Chile. Eng Zäit laang war hie Mataarbechter vum Dirigent Erich Kleiber.




#Article 225: President vun der Europäescher Kommissioun (247 words)


De President vun der Europäescher Kommissioun (Kommissiounspresident) presidéiert, wéi säin Numm et seet, d'Europäesch Kommissioun (offiziell: Kommissioun vun den Europäesche Communautéiten, dacks, fir et méi einfach ze maachen, EU-Kommissioun oder d'Kommissioun genannt).

Hie gëtt vun de Regierunge vun den EU-Memberstaaten ernannt an duerno vum Europäesche Parlament confirméiert.

Hien ernennt, op Virschlag vun de Regierungen, d'Membere vun der Europäescher Kommissioun, och Kommissäre genannt, déi hirersäits mussen en bloc vum Parlament d'Vertraue votéiert kréien. Duerch den Traité vun Nice huet de Kommissiounspresident d'Méiglechkeet kritt, d'Portefeuillë vun de Kommissiounsmemberen nei ze verdeelen oder se ze froen, zréckzetrieden.

De Kommmissiounspresident kann déi grouss politesch Linne vun der Kommissioun bestëmmen. Hien organiséiert a leet d'Reunioune vum Kommissiounscollège (déi gewéinlech all mëttwochs moies sinn).

Hie vertrëtt weiderhin d'Kommissioun, wann den Europäesche Conseil zesummekënnt, bei de Reunioune vum G8 (den 8 gréissten Industrienatiounen) a bei de Sessioune vum Europäesche Parlament.

Dat haitegt Amt vum President vun der Europäescher Kommissioun geet zréck op dat vum President vun der Héijer Autoritéit vun der CECA, dat et zanter 1952 gëtt. Vun Ufank un gouf d'Héich Autoritéit och 'Kommissioun' genannt. 1958 goufen nieft der CECA d'Europäesch Atom-Communautéit and d'Europäesch Ekonomesch Communautéit (och bekannt als 'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft', EWG) geschaf. 1967 hunn dës 3 Communautéiten zu den Europäesche Communautéite fusionéiert; hir Exekutivorganer goufen och zesummegeluecht zur Kommissioun vun den Europäesche Communautéiten.

Presidente vun der Héijer Autoritéit, och 'Kommissioun' vun der CECA genannt:

Presidente vun der Kommissioun vun der Europäescher Ekonomescher Communautéit (1958-1967), an den Europäesche Communautéiten ( vun 1967 un):




#Article 226: José Manuel Durão Barroso (420 words)


De José Manuel Durão Barroso gebuer den 23. Mäerz 1956 zu Lissabon, ass e portugisesche Politiker. Hie war vun 2004 bis 2014 President vun der Europäescher Kommissioun.

De Barroso huet Droit a Politologie zu Lissabon, Florenz an New York City studéiert a säi Studium op der Uni zu Genf an Ekonomie a Soziologie ofgeschloss.

Hie gouf Assistenzprofesser op der Uni Lissabon, wou e sech an Internationaler Politik spezialiséiert huet. Säi Studium huet en op d'Uni Genf an op d'Georgetown University vu Washington DC gefouert. E koum op Lissabon zréck a gouf 1980 Direkter vum Departement fir international Relatiounen op der Lusíada-Universitéit zu Porto.

Seng politesch Carrière huet schonn a senger Studienzäit ugefaangen, nach virun der Oeilletsrevolutioun vum 25. Abrëll 1974. Hie war ee vun de Parteileadere vun der Partido comunista dos trabalhadores portugeses - Movimento Revolucionário do Proletariado Português, enger éischter philosophesch orientéierter maoistescher Lénkspartei. Geschwënn awer huet hien déi hanner sech gelooss an ass am Dezember 1980 der Partido Social Democrata bäigetrueden, enger Partei, déi trotz hirem Numm éischter zum biergerleche Lager zielt (am Europäesche Parlament gehéiert se zu der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei), an där e bis haut trei bliwwen ass.

A senger politescher Carrière hat hie follgend Funktiounen:

An där Funktioun huet hien 1990 d'Friddensofkommes am angolanesche Biergerkrich mat ausgeschafft an sech fir d'Onofhängegkeet vun Osttimor agesat.

Seng Politik war a Portugal dacks controverséiert, z. B. seng Ënnerstëtzung vun der Invasioun vum Irak am Fréijoer 2003, d'Privatiséierung vu Staatsenterprisen, a staark Aschnëtter bei den ëffentlechen Depensen. De Barroso huet déi Moossnam justifiéiert mat der schlechter ekonomescher Situatioun, dem Budgetsdefizit, deen d'SP-Virgängerregierung hannerlooss hat, an och de Contrainten, fir den Euro-Stabilitéitstspakt anzehalen. Bei de Wale fir d'Europaparlament am Juni 2004 huet seng Partei dann och manner gutt ofgeschnidden.

Den 29. Juni 2004 ass de Barroso als Premierminister zréckgetrueden, nodeem d'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun hien als Nofollger vum Romano Prodi fir d'Amt vum President vun der Europäescher Kommissioun designéiert hunn. Den 22. Juli gouf en dora vum Europäesche Parlament confirméiert. No dräi Ëmbesetzunge vun designéierte Kommissiounsmemberen, wéinst deenen et net sécher war, ob d'Parlament dem Barroso seng Ekipp géif approuvéieren, huet dës schliisslech den 18. November 2004 vum Parlament d'Vertraue votéiert kritt. Se huet den 22. November hiert Amt offiziell ugetrueden.

De 17. Juni 2009 huet den Europäesche Conseil hien eestëmmeg fir en zweet Mandat vu 5 Joer designéiert. De 16. September 2009 huet och d'Europäescht Parlament majoritär fir hie gestëmmt (et gouf kee Géigekandidat).

De José Manuel Barroso ass bestuet an huet dräi Kanner.




#Article 227: Portugal (4965 words)


DPortugisesch Republik (República Portuguesa) oder och einfach nëmme Portugal, ass e Staat am Südweste vun der iberescher Hallefinsel. E gëtt am Westen an am Süde vum Atlanteschen Ozean, am Osten an am Norde vu Spuenien begrenzt. Donieft gehéieren zum portugisesche Staatsgebitt d'Inselgrupp vun den Azoren souwéi Madeira. Westlech vun der Haaptstad Lissabon läit Cabo da Roca, dee westlechste Punkt vum europäesche Festland.

Den Numm Portugal entstaamt dem Numm vun der Siidlung Cale am Delta vum Floss Douro. Cale kéint e griichescht Wuert sinn (Kalles = schéin) a sech op d'Schéinheet vun der Natur am Norde vum Portugal vun haut bezéien, deen d'Griichen deemools koloniséiert haten. Aner Historiker mengen, datt Cale aus dem Phönizesche kéim, well d'Phenizier Portugal an der Zäit virun de Réimer besidelt haten. Wéi Portugal zum Réimeschen Imperium gehéiert huet, gouf Cale e wichtegen Hafen, op Latäin Portus Cale. Am Mëttelalter gouf Portus Cale zu Portucale, duerno Portugale, woubäi dëst Wuert am 7. an am 8. Joerhonnert nëmmen déi nërdlech Deeler vum Land waren, also d'Regioun tëscht de Flëss Douro a Rio Minho. Anerersäits verkierzt sech den Numm Portus Cale zu Porto, der zweetwichtegster Stad, déi sech dowéinst voller Stolz als déi Stad betruecht, déi dem Land den Numm ginn huet.

Portugal huet eng ganz komplex Administratioun. Et gëtt fënnef Regiounen (regiões), 18 Distrikter (distritos) an zwou autonom Regiounen (regiões autónomas), donieft existéieren 28 sougenannt statistesch Ënnerregiounen (subregiões estatísticas). Een Niveau drënner kommen dann ongeféier 308 Kreesser (municípios oder concelhos) a 4257 Gemengen (freguesias). Déi Andeelung ass éischter ineffizient an deier. Et gëtt un enger Reform geschafft, déi d'Distrikter ofschafen an d'Kompetenzen dezentraliséiere soll.

D'Vir- an d'Fréigeschicht vum Land entsprécht zum gréissten Deel der Entwécklung an den anere Regioune vun der Iberescher Hallefinsel. Vun 2000 v. Chr. un sinn d'Iberer warscheinlech aus Nordafrika agewandert. Vun 1200 v. Chr. un goufe vun de Phenizier a vun 700 v. Chr. un vun de Griichen Kolonie gegrënnt. No 600 v. Chr. wandere Kelten eran, déi sech mat den Iberer vermëscht hunn (sougenannt Keltiberer). Zu deene gehéiert och de Stamm vun de Lusitaner, deenen hire laténgeschen Numm méi spéit dem Land säi sollt ginn.

No 450 v. Chr. gouf dat Gebitt vu Karthago eruewert an nom Zweete Punesche Krich u Roum ofgetrueden. Vun de Réimer gëtt et ënner dem Numm Lusitania zum Deel als eegestänneg Provënz verwalt. Déi réimesch Herrschaft hält op an der Vëlkerwanderungszäit, d'Sueben (no 409) a virun Allem d'Westgoten (no 416) grënnen hir Räicher um Terrain vum spéidere Portugal.

Am Joer 711 gouf d'Land vun de Mauren eruewert, Portugal gëtt en Deel vum Kalifat vu Cordoba, wou d'Almoraviden d'Soen hunn. 718 fänkt León mat der chrëschtlecher Reconquista un, aus Portugal gëtt sou am 11. Joerhonnert eng eegestänneg Grofschaft, déi 1093 un den Henri vu Burgund fält, de Grënner vun der éischter portugisescher Kinneksdynastie.

Ënner dem Henri sengem Jong an Nofollger Alphonse I. gëtt Portugal 1143 onofhängeg, den Alphonse selwer gëtt Kinnek. D'Burgunder sinn a Portugal bis 1383 um Rudder, 1211 gëtt dat éischt Ständeparlament (Cortes) aberuff, 1250 ass d'Reconquista, no der Eruewerung vun der Algarve, a Portugal fäerdeg, 1256 gëtt Lissabon nei Haaptstad vum Kinnekräich.

D'Zäit nom Miguelistekrich gëtt vum Konflikt tëscht de riets- an de lénksliberale (Cartisten a Setembristen) bestëmmt. 1853 stierft mat der Kinnigin Maria II. d'Haus Bragance an direkter Linn aus, wéinst dem Bestietnes vun der Kinnigin mam Ferdinand II. vu Sachsen-Coburg-Gotha kann d'portugisesch Branche vun dësem däitschen Adelshaus den Troun iwwerhuelen (bis 1910). D'Schlussphas vun der Monarchie gëtt vun enger allgemenger Schwächt vum Land, wirtschaftleche Problemer (Staatsfaillite 1891) a sech widderhuelend republikanesch Opstänn bestëmmt. 1908 kommen de Kinnek Carlos I. a säin Ierwe bei engem Attentat ëm d'Liewen, 1910 gëtt d'Republik ausgeruff.

Et bleift ze soen, datt Portugal seng lescht Kolonien, nämlech de klengen Iwwerséiterritoire Macau, op der südchinesescher Küst, ongeféier 60 km vun Hongkong ewech, eréischt 1999 u China zréckginn huet.

Déi éischt Phas no der Revolutioun ass vun engem Konflikt tëscht enger éischter konservativer Stréimung (Generol António Sebastião Ribeiro de Spínola) an engem sozialistesche Flillek (Otelo Saraiva de Carvalho, Haaptmann Otelo) gezeechent, dee sech an dem MFA (Movimento das Forças Armadas - der Vereenegung vun de putschenden Offizéier) ofspillt. Um Ufank gésäit et sou aus, wéi wann d'sozialistesch Stréimung géif gewannen, well et zu Verstaatlechungen a Landreforme komm ass, déi nei Konstitutioun von 1976 definéiert de Sozialismus als Staatszil.

Mä wéi sech bei den éischte Presidentschaftswalen no der neier Konstitutioun 1976 de moderéierten Generol Eanes iwwerraschend däitlech géint den Haaptmann Otelo kann duerchsetzen, sinn d'Weiche gestallt fir datt d'Land erëm eng parlamentaresch Demokratie no westeuropäeschem Modell ka ginn. Den Eanes an de Chef vun der Sozialistescher Partei, de Mário Soares (Premier vun 1976 bis 1978 a vun 1983 bis 1985, Staatspresident vun 1986 bis 1996) féieren d'Land 1986 an d'Europäesch Gemeinschaft.

Den 22. Januar 2006 gouf de Cavaco Silva zum President gewielt; hie gouf den 23. Januar 2011 erëmgewielt.

Den Norde vu Portugal huet e relativ killt a fiicht Klima. En ass ënnerdeelt an zwou Provënze resp. Landschaften:

De Minho am Nordweste ass eng vun de Géigende wou déi meescht Leit wunnen, d'Groussstied leien nëmmen op der Atlantikküst, bannen am Land leien dofir vill Dierfer a méi kleng Stied. De Minho gëtt wéinst sengem Klima an der relativ staarker Vegetatioun als de grénge Gaart vu Portugal bezeechent. D'Häng vun de ville Flossdäller si fir den Ubau vun Drauwe reservéiert, aus deenen de bekannte Portwäin an de Vinho Verde gemaach ginn. Donieft gëtt et och vill Geméiskulturen. D'natierlech Vegetatioun ass eng Mëschung vun där aus der gemässegter Klimazone an aus där vun der subtropescher, jee no Héicht gëtt et Eechen oder Käschten resp. Kiferen an Olivebeem.

Am Nordoste läit Trás-os-Montes (Hanner de Bierger). Dësen Deel vum Land deen dem Mier de Réck dréit, ass eng Gebiergsregioun an där et am Wanter zimmlech kal, an am Summer zimmlech waarm ka ginn. D'Vegetatioun ass net sou staark wéi am Minho an hëlt of wat ee méi no bei d'spuenesch Grenz kënnt. Déi zwou Provënzen hunn eng Gemeinsamkeet: hir Gebiergsmassiver, wéi z. B. de Marão oder de Peneda-Gerês gi vu ville Flëss, wéi dem Rio Minho (Grenzfloss tëscht Portugal a Spuenien) oder dem Rio Douro, duerchschnidden. Am Norde vu Portugal läit de Nationalpark Peneda-Gerês, dat gréisst Naturschutzgebitt vum Land, wou et och nach Reschter vum Urbësch gëtt, mat Beem wéi der wantergrénger Steeneech. Grouss Stied am Norde si Porto, Vila Nova de Gaia, Matosinhos, Braga, Vila Real a Bragança.

Mëttelportugal ass gréisstendeels hiwweleg bis gebiergeg an huet mat der Serra da Estrela eng gréisser Biergskette wou et och e Skigebitt gëtt. Déi wichtegst Landschafte sinn dBeira, de Ribatejo (den Tejo-Plateau mat dem Spëtznumm Gaart vu Lissabon), d'Estremadura an den Zoufloss vum Tejo an den Atlantik. Déi ganz Regioun ass relativ fruchtbar an huet en optimale Klima fir den Ubau vu Wäindrauwen. Wäi gëtt hei schonn zanter der Réimerzäit produzéiert. Donieft ginn och nach all méiglech Zorte Kar, Räis, Sonneblummen a Geméis ugebaut. D'Regioun gëtt vum Tejo an zwee gedeelt. Iwwerschwemmungen, déi fréier am Ribatejo reegelméisseg eng Plo waren, kommen zanter dem Bau vu ville Staumaueren net méi vir. Grouss Stied a Mëttelportugal si Lissabon, Aveiro, Amadora, Almada, Seixal, Cascais, Coimbra, Viseu, Guarda, Leiria, Castelo Branco, Covilhã, Setúbal a Santarém.

De Süde vu Portugal besteet aus dräi Landschaften: Terras do Sado, Alentejo an der Algarve. Déi ganz Régioun ass platt bis hiwweleg mat engem drechene bis gliddege Klima. Den Alentejo, fréier souzesoen de portugisesche Reservoir fir Kar, ass hautdesdaags nëmmen dënn bewunnt a vill vu senge Bewunner wanderen aus, wäitleefeg Karfelder mat Olivebongerten a Korkeechen dominéieren d'Landschaft. Zum Kar- kënnt och nach de Wäinubau, an a klammende Proportiounen d'Sonneblumen, als Haaptproduiten. D'Wisen, déi am Fréijoer voll vu Blumme sinn, ginn als Weede fir d'Schof benotzt. Zum wirtschaftleche Néiergang droen net zulescht och déi ëmmer méi laang Drécheperiode bäi. Fir deem entgéint ze steiere ginn ëmmer méi Staumauere gebaut. Net heemesch, mä ëmmer méi heefeg ze fanne, sinn Eukalyptusbeem, déi allerdéngs, wéinst der grousser Brandgefor déi vun hinnen ausgeet, net onëmstridde sinn. Déi südlech Küsteregioune sinn haaptsächlech vu Kifere bewuess. Donieft gëtt et vill Palmenzorten, vun deenen awer nëmmen d'Zwergpalm aus dem Land selwer ass.

D'Algarve markéiert déi ganz Südküst vum Land an ass mat hire schéine Stied, de géie Küsten a Sandplagen zu enger beléifter Vakanzendestinatioun ginn, wat déi gewinnt negativ Niewewierkunge vum Massentourismus mat sech bruecht huet. Grouss Stied a Südportugal si Portalegre, Évora, Beja, Faro a Sagres. De wichtegste Floss ass de Rio Guadiana, deen och d'Grenz zu Spuenien markéiert. Un déi grouss Hëtzt am Summer ugepasst sinn och vill Planzen déi Waasser späicheren.

Zu Portugal gehéieren och déi zwou Inselgruppen Madeira (Holzinsel) an d'Azoren d'Héngerdéifsinsel am Atlantik. Déi sinn duerch vulkanesch Aktivitéit entstanen an hu wéinst hirer Lag virun der afrikanescher Küst eng zu engem Deel tropesch, zum aneren Deel subtropesch Vegetatioun. Den héchste Bierg vu Portugal fënnt een op den Azoren (Monte Pico, 2 351 m).

De wichtegste Floss vu Portugal ass den Tejo, deen a Spuenien ënner dem Numm Tajo entspréngt a bei Lissabon an den Atlanteschen Ozean fléisst.

D'Déierewelt vu Portugal ass nëmmen onwesentlech anescht wéi déi vu Spuenien. Vereenzelt gëtt et nach Wëllef; de Pardelluchs, deen et nëmmen op der iberescher Hallefinsel gëtt, ass a Portugal bal ausgestuerwen. Nëmmen nach seele ginn Eenzeldéiere fonnt an déi sinn héchstwarscheinlech iwwer d'spuenesch Grenz an d'Land komm. Fir de Rescht fënnt een nach d'Wëllkaz, de Routfuuss, d'Wëllschwäin, den Hirsch, wëll Geessen an d'Wëllkanéngchen. A Portugal kann ee vill Vigel observéieren, well d'Land op der Migratiounsroute vun den Zugvigel fir d'Destinatioun Afrika läit, dorënner besonnesch am Süden och Flamingoen; Steenadler liewen an de Küstegebidder a ginn do och op d'Juegd. Am Banneland kommen och verschidden Zorte Schlangen a Skorpioune vir.

Portugal ass, aus sproochlecher, ethnescher a reliéiser Siicht, en homogeent Land. D'Portugisesch Sprooch gëtt am ganze Land geschwat. Just an den Dierfer vu Miranda do Douro gëtt en Dialekt geschwat, de Mirandesesch, deen dem Astureschen zougerechent gëtt.

Eng grouss Majoritéit vun de Portugise bekennt sech zum kathoulesche Glawen.

Aus anthropologescher Siicht sinn d'Portugisen e Mëschvollek, dat aus den Nokomme vun den Iberer besteet, der Urbevëlkerung vun der iberescher Hallefinsel, den Nokomme vun de réimeschen, goteschen, suebeschen a maureschen Invasoren.

De maureschen Afloss ass a Portugal méi staark wéi an aneren europäesche Länner. No der Reconquista goufen d'Mauren zum Deel verdriwwen, zum gréissten Deel als versklavt. Si hu sech méi spéit mat der Bevëlkerung vermëscht a waren um Opbléie vum Handwierk a vum Akerbau am fréie Mëttelalter bedeelegt.

Iwwer laang Jore war Portugal en Auswanderungsland; wichteg Zentre vu portugisescher Kultur gëtt et virun allem a Frankräich wou 600 000 Portugise liewen. Anerersäits war Portugal schonn an den Zäite vun den Onofhängegkeetskricher vu senge Kolonien Zilland fir Immigranten aus den koloniséierte Géigenden. Zanter dem Bäitrëtt vu Portugal an d'Europäesch Unioun ass d'Land ëmmer méi zu engem Awanderungsland gi fir Mënschen aus Afrika (Angola), Südamerika (Brasilien), de Kap Verdeschen Inselen an aus Osteuropa (Russland, Moldawien an aus der Ukrain).

Enn 2003 hunn ongeféier 250 000 Auslänner a Portugal gelieft. Vun deene stamen déi meescht aus anere portugiseschsproochege Länner, si gréisstendeels Katholicken an hunn de selwechte kulturelle Fong. E Véirel vun den Auslänner, déi a Portugal liewen, sinn Europäer; zum Deel Leit, déi hir Pensioun am Land verbréngen. Mä dobäi sinn awer och Portugisen, déi ausgewandert waren an dunn zréckkommen, deelweis mat anere Päss. Statistesch gesinn, kënnt op zéng Portugisen ee Bierger, deen net vun do ass.

Méi wéi d'Hallschent vun den Auslänner lieft zu Lissabon oder an anere Küstestied. D'Bevëlkerungsdicht ass am gréissten an der Küstesträif tëscht der spuenescher Grenz an der Géigend ronderëm Lissabon. Op deem Terrain liewe 70 Prozent vun der ganzer Bevëlkerung; d'Hannerland ass nëmme ganz dënn besidelt.

Iwwer 10 Prozent vun de Leit wunnen an enger vun de Groussstied Lissabon oder Porto. Méi wéi d'Hallschent lieft an Uerschafte mat manner wéi 2000 Awunner.

Matzen am Land gëtt et ëmmer méi Migratiounsbeweegungen. Ëmmer méi Mënsche plënneren aus dem Hannerland a Richtung Industriezentren (Lissabon, Porto) oder Tourismusgéigenden (Algarve, Madeira oder op d'Azoren).

Zanter dem Bäitrett vum Portugal zur EG am Joer 1986 huet sech dem Land seng Économie sech méi a méi diversifiéiert a sech dobäi virun allem op den Déngschtleeschtungssecteur ausgeriicht. Dengschtleeschtunge maachen an der Tëschenzäit ongeféier zwee Drettel vum BIP aus. Wéi och an anere Staate vun Europa goufen an de leschte Joren noutwenneg Privatiséierungen duerchgefouert an dem Staat seng Ausgabe reduzéiert. 1998 huet sech Portugal fir de Bäitrett an d'Europäesch Wärungsunioun qualifizéiert an huet den 1. Januar 2002, wéi 11 aner Staaten och, den Euro als Wärung agefouert.

D'Neiverschëldung vu Portugal läit momentan iwwer den 3 % déi am Maastricht-Vertrag definéiert goufen, woubäi et allerdéngs net dat eenzegt Land am Moment ass.

De Wirtschaftswuesstem huet mat ongeféier 3,3 % all Joer zwar an der Vergangenheet den EU-Durchschnett an der Reegel iwwertraff, trotzdeem ass Portugal nach ëmmer den äermsten Almember vun der EU: De BIP pro Kapp (a Kaafkraaftparitéiten) läit bei ongeféier 78 % vum Duerchschnett vun den EU-Länner virun der Ostvergréisserung, woubäi en 1985 nach bei 50 % louch. Als negativ fir e méi staarke Wuesstem vun der Produktivitéit an der Beschäftegung gi virun allem strukturell Probleme betruecht, wéi z. B. den ëmmer nach schlechte Bildungssystem an déi héich Zuel vun Analphabeten, déi deels schlecht Infrastruktur, an eng ineffizient Verwaltung. Aus deene Grënn geréit Portugal ëmmer méi a Rivalitéit mat Länner mat nidderege Paien aus Mëttel- an Osteuropa, Asien an Nordafrika an ass deemno fir auslännesch Direktinvestitiounen net besonnesch attraktiv; d'Durchschnëttsléin sinn a Portugal ganz niddrëg bei ganz laangen Aarbechtszäiten. Auslännesch Investitiounen komme virun allem aus Groussbritannien a Spuenien; déi gréisst Investitioun vun allen Zäite war de Bau vun Auto-Europa, enger Autofabrik.

De Chômage ass mat ongeféier 4 % am Verglach mat dem EU-Durchschnëtt niddereg, woubäi een dorun denke muss, datt et e groussen informelle Secteur an der portugisescher Wirtschaft gëtt, deen e gewëssen Deel vun deenen Aarbechtslose beschäftegt, déi anerfalls an d'Chômage-Statistike géife falen.

Den Aussenhandel gëtt zu ongeféier 80 % mat den EU-Partner ofgewéckelt; exportéiert gi virun allem Kleeder a Schong, Maschinnen, Chimiesproduiten, Kork, Cellulose a Pabéier. Importéiert gi Maschinnen, all Zorte vun Transportmëttelen, Pëtrol a Pëtrolsproduiten a Landwirtschaftsproduiten. Portugal huet e ganz groussen Handelsbilanzdefizit an och en Zahlungsbilanzdefizit, deen duerch héich Recetten aus dem Tourismus allerdéngs net sou héich ass wéi den Handelsbilanzdefizit.

Portugal huet vill natierlech Ressourcen, dorënner Kuel, Koffer, Zënn, Gold, Eisenäerz a Pyrit a Chalcopyrit, Tounmineraler wéi Kaolinit a Wolframit an Uraninit; et gehéiert domat zu de weltwäit féierende Natiounen an der Wolfram- an Uranproduktioun. Wärend dem Zweete Weltkrich huet Hitlerdäitschland portugisesche Wolfram fir seng Waffenproduktioun benotzt, an der Atombomm vun Hiroshima war portugiseschen Uran dran.

D'Landwirtschaft a Portugal ass eng vun den ineffizientesten an Europa; den Undeel vum Akerbau um BIP läit bei ongeféier 5 %, mä iwwer 15 % vun der aktiver Bevëlkerung schaffen hei. Dat huet dozou gefouert, datt vill Betriber hu missen opginn, soudatt mëttlerweil bal d'Hallschent vun de Liewensmëttel muss importéiert ginn. D'Korkeecheplantatiounen am Alentejo an de Ubau vu Mandelen ass och an enger déiwer Kris. Anerersäits ginn op grousse Flächen Eukalyptusbeem gesat, well déi méi séier wuessen an domat der Celluloseindustrie, engem wichtege Wirtschaftsfacteur vum Portugal, déi noutwenneg Ressource liwwert. Ëmweltpolitesch gesinn ass dat eng ganz schwiereg Situatioun, well den Eukalyptus dem Buedem seng Reserven hëlt, den Urbësch an domat och d'Déierewelt op d'Säit dréckt a selwer ganz liicht brennt, wat zu deene bekannten an heefege katastrophale Bëschbränn am Summer féiert.

Genee wéi den Akerbau huet och d'Fëscherei Produktivitéitsproblemer; d'portugisesch Fëschereiflott ass am Verglach mat der spuenescher wäit hannendran. Déi meescht Fësch ginn importéiert.

Ongeféier 8 % vum BIP, mat klammender Tendenz, bréngt den Tourismus an, woubäi déi meescht Touristen aus Spuenien a Groussbritannie kommen. D'Algarve ass den Zentrum vun der tourestescher Aktivitéit a läit dobäi mat groussem Ofstand un der Spëtzt.

Zanter der Oeilletsrevolutioun vun 1974 huet Portugal sech zu enger stabiler parlamentarescher Demokratie entwéckelt. Déi véier wichtegst Organer vun der Politik a Portugal sinn de President, de Premier a säi Ministerrot, d'Parlament an d'Justiz.

De President, deen all fënnef Joer direkt an allgemenge Wale bestëmmt gëtt, ass och Commandant en chef vun der Arméi. Hien ernennt de Premier an de Ministerrot, woubäi en sech do un de Resultater vun der Parlamentswal z'orientéieren huet. De Staatsrot ass e Gremium, deen de President beréit. E besteet aus sechs zivile Beamten, alle fréiere Presidenten, fënnef Persounen, déi vum Parlament gewielt ginn a fënnef Persounen, déi de Preident bestëmmt.

D'Regierung gëtt vum Premierminister ugefouert, dee sech säi Ministerrot zesummenstellt. All nei Regierung muss dem Parlament e Programm virleeën, iwwer deen debattéiert gëtt. Wann dee Programm net refuséiert gëtt, dann heescht dat, datt d'Régierung vum Parlament akzeptéiert gëtt.

DParlament gëtt als Assembleia da República (Versammlung vun der Republik) bezeechent a besteet aus enger Kummer mat bis zu 230 Deputéiert. D'Deputéiert gi fir véier Joer gewielt, woubäi d'Verhältneswalrecht benotzt gëtt. De President huet d'Recht, d'Parlament opzeléisen an Neiwalen auszeschreiwen.

DIewescht Geriicht ass déi héchst Instanz vun der portugisischer Justiz, woubäi et speziell Iewescht Gerichter fir militäresch, verwaltungsrechtlech a steierrechtlech Froe gëtt. D'portugisesch Cour constitutionnelle huet néng Memberen an iwwerwacht d'verfassungsgerecht Ausleeë vum Recht.

Am Parteiespektrum dominéieren dräi Parteien: de Sozialisten (PS) stinn zwou biergerlech-konservativ Parteien, d'Sozialdemokratesch Partei (PSD) an d'Vollekspartei (PP), géinteniwwer. Déi zwou leschtgenannte Parteien hu sech zu enger Walallianz, der Força Portugal, zosummegedoen. De PS stellt zanter der Oeilletsrevolutioun ëmmer de President, andeems d'Premieren schonn aus béid Lagere komm sinn. Zurzäit regéiert d'biergerlech-konservativt Lager.
Weider Parteien sinn déi portugisesch Gréng (Partido Ecologista “os Verdes”, PEV), d'Kommunisten an de Lénksblock (Bloco de Esquerda, BE).

Kuckt dozou och den Artikel: Lëscht vun de politesche Parteien (Portugal)

Portugal ass Member vun der Europäescher Unioun (EU) an hat d'Presidence vum Conseil vun der EU am éischte Hallefjoer 2000 iwwerholl. An där Zäit huet Portugal als Zil gehat, den Dialog mat Afrika ze forcéieren an Impulser fir d'Stäerkung vun der Konkurrenzkapazitéit vun der europäescher Wirtschaft ze ginn. Dat 2. Semester 2007 huet et nees d'Presidence.

Portugal war Grënnungsmember vun der NATO an bedeelegt sech mat Truppe bei der Friddenssécherung um Balkan. Zesumme mat Spuenien ass Portugal un den Ibero-Amerikanesche Sommete bedeelegt, deenen hiert Zil den Dialog virun allem mat de Länner aus Latäinamerika ass. Portugal war och an der Féierungsroll wéi d'Communautéit vun de Portugiseschsprochege Länner (CPLP) gegrënnt ginn ass, mam Zil, d'Kooperatioun vun dëse Länner ze verdéiwen. Portugal huet och Timor-Leste ënnerstëtzt, eng fréier Kolonie, an där hirem Onofhängegkeetswëllen, souwuel finanziell wéi och militäresch, a kooperéiert elo mat dësem jonke Staat zesumme mat asiatesche Länner, den USA an der UNO.

Portugal huet en Territorialsträit mat Spuenien wéinst Olivenza (resp. Olivença), dat zu Spuenie gehéiert, mä awer vu Portugal revendikéiert gëtt. Olivenza ass zanter 1801 ënner spuenescher Verwaltung, allerdéngs huet Spuenien sech um Wiener Kongress vun 1815 bereet erkläert, den Territoire u Portugal zréckzeginn. Dat ass nach net geschitt, wat Portugal dofir bis haut reegelméisseg verlaangt.

Portugal gëtt heiansdo och d'Land vun de Poete genannt. An der portugisescher Literatur hat d'Poesie ëmmer méi e staarken Afloss wéi d'Prosa. Am Mëttelalter, wéi d'portugisesch Natioun entstanen ass, war am Nordweste vun der ibereschen Hallefinsel d'Poesie wäit verbreet an huet exzellent sou gutt epesch wéi lyresch Wierker produzéiert. Ausser deene bekanntste klasseschen Dichter Luís de Camões a Fernando Pessoa, gëtt et eng Rei aner, manner bekannte Kënschtler, déi op déi modern portugisesch Literatur e wichtegen Afloss hunn..

D'Prosa huet sech e bësse méi spéit entwéckelt. Eréischt am 14. Joerhonnert koumen déi éischt Chroniken oder Biographië vun Helleger eraus. De Fernão Lopes ass dovun dee wichtegsten; hien huet eng Chronik geschriwwen iwwer d'Regentschaft vun dräi Kinneken aus senger Zäit. International ass déi portugisesche modern Literatur am meeschte bekannt. Hei falen d'Schrëfte vum Eça de Queirós an dem Nobelpräisdréier fir Literatur 1998, José Saramago am meeschten op.

Ongeféier 97 % vun de Portugise si réimesch-kathoulesch, woubäi a Portugal Glawensfräiheet besteet. D'Pilgerplaz Fátima läit a Portugal an ass der Maria, dem Jesus senger Mamm, dévouéiert. D'Maria gëtt vun de Portugise vill veréiert, bal wéi eng Gottheet, wat fir munnecher en Indiz op de Fait ass, datt d'Virfahre vun de Portugise virun der Christianiséierung haaptsächlech weiblech Gottheeten ugebiet hunn.

D'portugisesch Kichen huet enorm vill Aspekter, well d'Portugise vill Saachen, déi s'op hiren Entdeckungsfahrte kennegeléiert hunn, an hir Kachtraditiounen opgeholl hunn. An all Régioun vu Portugal gëtt et eege Spezialitéiten, mat verschiddene Fleesch- a Fëschzorten oder Mieresfriichten. D'Nationaliessen ass de Bacalhau, bei deem et 365 verschidde Zoubereedungsméiglechkeete gi soll. Portugal ass och fir säi Wäi bekannt, schonn zanter der Réimerzäit gëtt Portugal mat dem Gott vum Wäin an de Fester, dem Bacchus, associéiert. Och haut gehéieren d'Wäiner aus Portugal zu deene beschten op der Welt, bekannt ass virun allem de séisse Porto.

Kuckt dozou och den Artikel: Caldeira de carne

Déi wichtegst Museksform a Portugal ass de Fado, dee ganz melancholesch ka sinn an dowéinst deelweis responsabel ass fir de Klischee vun de melancholesche Portugisen; géintiwwer den temperamentvolle Spuenier. Dës Musek huet eppes vu saudade (etwa: Seensucht) u sech, an et ass gutt méiglech, datt s'eng Mëschung ass vun de Lidder vu portugisesche Matrousen an de Rhythme vun afrikanesche Sklaven.

Dobäi gëtt en Ënnerscheed tëscht zwou Stilformen; dem Fado vu Lissabon an deem vu 
Coimbra. D'Amália Rodrigues war déi wichtegst a bekanntst Fado-Kënschtlerin, no hirem Doud kruten e puer jonk Kënschtler d'Méiglechkeet aus dem Schiet erauszekommen an nei Forme vum Fado ze produzéieren, déi zum Deel nëmmen nach duerch d'saudade un den urspréngleche Fado erënneren. Och an de fréiere portugisesche Kolonien hat de Fado sech ausgebreet a sech eegestänneg zum kap-verdesche Morna vun der Cesária Évora oder zum brasilianesche Choro weiderentwéckelt.

Aus der Zäit vum faschisteschen Estado Novo ënner dem Salazar staamt eng Liddermaachertraditioun. Déi bekanntst Vertreter vun dëser Protestbeweegung sinn de José Afonso (dacks Zeca genannt) an de Sérgio Godinho. Vum José Afonso staamt d'Interpretatioun vum Grândola, vila morena, e Lidd, dat den Depart fir d'Oeilletsrevoluioun aglaut hat.

An der Popmusk huet sech a Portugal den Hip Hop Tuga erausgeschielt, deen eng u Portugal adaptéiert Fassong vum Hip Hop ass, an deen ënner Jugendlecher ganz populär ass.

All portugisesch Regioun ass houfreg op hiren eegene Folklorestil (Ranchos Folclóricos). Déi portugisesche Musek- und Danztraditioun huet sech a Brasilien mat den Traditioune vun de Sklaven aus dem Angola vun haut gemëscht an ass als Samba och a Portugal ganz beléift. Ënner den angolaneschen Immigranten ass och de Kuduro, eng Zort haarden, allerhad sënnleche Samba mat engemhelleweche Rhythmus, ganz populär, de Kizomba ass en änlechen Danzrhythmus, deen awer net sou verbreet ass.

Am Juni gëtt et a ganz Portugal Fester zu Éiere vun den dräi Vollekshellegen (Santos Populares). Dës dräi Helleg sinn den Antonius, den hellege Johannes an de Péitrus. Gefeiert gëtt mat Wäin, água-pé (Moscht), traditionellem Brout mat Sardinnen, Stroossefester an -dänz, Hochzäiten, Feier a Freedefeier an vill gudder Laun.

Santo António gëtt an der Nuecht vum 12. op den 13. Juni gefeiert, virun allem zu Lissabon (wou dësen Hellëge gebuer gouf und gelieft huet), wou et och eng Zort Cavalcade (Marchas Populares) him zu Éiere gëtt. Et ginn och Hochzäiten zelebréiert (Casamentos de Santo António). De populäersten Hellegen ass de São João (hl. Jean), deen um Gehaansdag virun allem zu Porto a Braga gefeiert gëtt, woubäi et Sardinen a Caldo Verde (eng traditionell Zopp) gëtt an d'Leit sech géigesäiteg mat Plastikhummeren op de Kapp schloen, wat Gléck soll bréngen. Zu Éiere vum São Pedro gëtt den 28. an den 29. Juni gefeiert, besonnesch zu Póvoa de Varzim an zu Barcelos, woubäi déi Fester zu Éiere vum Mier sinn. Dofir gëtt vill Feier (fogeiras) benotzt an et gëtt erëm eng Zort Stroossefuesend.

Foussball ass dee bekanntsten, beléiftsten an am meeschte gespillte Sport a Portugal. De portugisesche Foussball huet Weltklassespiller wéi den Eusébio, Manuel Rui Costa oder de Luís Figo ervirbruecht. Nieft dem Foussball hu portugisesch Sportler international an aneren Disziplinnen Marathon, Beachvolleyball und Rullhockey groussen Erfolleg.

Et gëtt a Portugal nach eng traditionell Sportaart, de Jogo do pau (Bengelspill), dat e Selwerverdeedegungssport ass an einfach hëlze Bengelen als Waff benotzt. Dëse Sport staamt aus dem Mëttelalter, ass awer haut nach populär; d'Bengelen, déi hautdesdaags dofir geholl ginn, si 60 bis 80 Zentimeter laang, also méi kuerz wéi déi vu fréier.

Bis zu der Oeilletsrevolutioun 1974 gouf d'Bildung lénks leie gelooss an och no der Revolutioun geet den Opbau vum Bildungssystem nëmme lues virun. Dat mierkt ee bis haut: 2000 hat nëmmen een Zéngtel vun den Drëssegjäregen en Héichschouldiplom. Domat hat Portugal ënner den EU-Membere virun der Osterweiderung dee mat groussem Ofstand nidderegste Wäert. Mat senge 15 % Analphabeten louch Portugal och an dëser Statistik vir. Hautdesdaags awer net méi. Zanter 2016 läit den Taux vun den Analphabeten (meeschtens bei eelere Leit) bei 5 % an 100 % vun de Schüler an der Primärschoul si scolariséiert.

Dat ass e grousse Problem fir d'wirtschaftlech Entwécklung, an dréit virun allem bei d'Ineffizienz vum Akerbau bäi, well virun allem d'Landbevëlkerung vum Analphabetismus betraff ass. Mä och d'portugisesch Mëttelschicht ass ënnerduerchschnëttlich gebilt, well den Accès op d'Universitéiten eréischt an de leschte Jore méi einfach ginn ass. Sou feelt et z. B. u gutt ausgebilten Entrepreneren déi traditionell Besëtzer vu Firme sinn der ausländescher Konkurrenz dacks net méi gewuess, well se duerch Ierwschaft, net duerch Ausbildung zu hirem Posten als Chef komm sinn.

De Schoulsystem besteet aus enger véierjäreger Primärschoul an enger fënnefjäreger Uewerschoul. Et besteet eng gesetzlech festgeluecht zwielefjäreg Schoulflicht fir all d'Kanner vun hirem sechste Liewensjoer un. D'Flichtschoul ass an de staatleche Schoule gratis a fir an enger vun de relativ ville privaten Institutiounen kënnen an d'Schoul ze goen, kënnen aarm Famille Subside kréien.

Wien no der Uewerschoul nach dEscola Secundária besicht (wärend dräi Joer), däerf op d'Universitéit a kann tëscht e puer Méiglechkeete fir säin Héichschoulstudium wielen: d'Héichschoulbildung gëtt a Portugal vu staatlechen a privaten Universitéiten (universidades) a staatlechen a private Fachhéichschoulen (escolas politécnicas) ugebueden an duerchgefouert. Fir den entléene Régiounen ze hëllefen sinn a ville mëttleren Stied Héichschoulen agericht ginn; de Wiessel vun enger Institutioun zu enger anerer ass relativ liicht. Et ass op jiddwerfall en Opnameexamen z'absolvéieren an et sinn Studéiertaxen fälleg, déi bei de private Schoulen méi héich si wéi bei de staatlechen, an och vum Fach ofhängeg sinn; op staatleche Schoule si bis zu 850 € all Joer fälleg. Trotzdeem ass ongeféier en Drëttel vun de Studente bei enger privater Institutioun ageschriwwen. Zousätzlech zu den Aschreiwtaxe si propinas ze bezuelen, dat sinn Taxen déi fir d'Austelle vun Zensuren an Diplomer agezu ginn. Ongeféier 20 % vun de Studente kommen an de Genoss vun enger akommesofhängeger staatlecher Subventioun.

Déi staatlech portugisesch Radio- an Televisiounsgesellschaft RTP (Radiotelevisão Portuguesa) bedreift zwéin Televisiounssenderen, RTP 1 an RTP 2. Zanter 1992 si Privatsenderen a Portugal erlaabt, zanterhier gëtt et nach SIC an TVI (Televisão Independente, bedriwwe vun der kathoulescher Kierch). De Programm gëtt bei alle véier Sendere vu brasilianeschen a portugiseschen Telenovelas an Action-Serien dominéiert; d'Noriichte sinn an héijer Mooss op Portugal ausgeriicht. Filmer ginn dacks op Englesch mat Ënnertitele gewisen. Den Auslandssender RTP-Internacional kann och a Mëtteleuropa empfaange ginn a weist dat Bescht aus alle véier Programmer.

A Portugal gëtt et ongeféier 150 Radiostatiounen, woubäi de Sender vun der RTP an de kathoulesche Sender Radio Renascença landeswäit kënnen empfaange ginn. D'RTP ass iwwer Kuerzwell och a Mëtteleuropa ze héieren, allerdéngs nëmmen op Portugisesch.

Ënner de villen Zeitungen, déi a Portugal gedréckt ginn, leeft momentan e Konsolidéierungsprozess of, bei deem wuel e puer méi kleng Zeitungen ënnergoe wäerten.
Déi wichtegst Zeitunge sinn déi konservativ-liberal Diário de Notícias, de linksliberale Público (allen zwee vu Lissabon) an de Jornal de Notícias vu Porto.
Ganz grouss Oploen hunn och d'Sportzeitungen, déi all Dag eraus kommen a sech bal nëmme mat Foussball beschäftegen - déi wichtegst sinn d'O Jogo an dA Bola.
Als bescht Wochenzeitung gëllt den Expresso.
Am Beräich vun der Klaatschpress sinn d'Magaziner Maria an Nova Gente déi all Woch gedréckt ginn, déi Publikatioune mat den héchsten Oploen.

Déi dräi wichtegst Fluchhäfe vu Portugal, Porto, Lissabon a Faro gi vun e puer Fluchgesellschaften ugeflunn, woubäi déi zwou portugisesch Fluchgesellschaften TAP Portugal a Portugália déi meescht Verbindungen ubidden. Et gëtt och Flich bannent dem Land, mä well d'Land ze kleng ass sinn déi net besonnesch attraktiv an tendéieren dozou relativ deier ze sinn.

D'Stroossennetz ass, virun allem och mat Hëllef vu Subside vun der EU gutt ausgebaut, wat Leit, déi Portugal an den achtzeger Jore fir d'lescht Kéier besicht haten, verwonneren däerft. Déi wichtegst Route gi vun Autostradas (mat Péagen) oder Itinerários Principais (IP) (gratis) resp. Itinerários Complementares (IC) zerwéiert. An ofgeleeëne Gebidder kann een allerdéngs nach dacks op Pavé-Stroosse stoussen. D'Selwerfueren, speziell an de Stied, sollte sech Mëtteleuropäer gutt iwwerleeën; dem Chaos zu de Stousszäiten an dem generéisen Ausleeë vun de Verkéiersreegelen ass net jiddweree gewuess. Datt de Stroosseverkéier a Portugal zu den onsécherste gehéiert, hunn europäesche Onglécksstatistike schonn dacks bewisen. Taxie si relativ bëlleg, besonnesch an de Stied.

D'Eisebunnsnetz a Portugal ass net besonnesch dicht, op den Haapttrasse sinn d'Verbindungen awer effizient a séier, wann d'Eisebunner net grad streiken. D'Billjeeë si relativ bëlleg. Op den Niewestrecke gouf an de leschte Joerzéngten näischt méi investéiert a vill sinn och mëttlerweil ausser Betrib. International Zich verbanne Portugal mat e puer Stied a Spuenien, donieft gëtt et eng Verbindung op Irún op der spuenesch-franséischer Grenz mat direktem TGV-Uschloss fir op Paräis.

Dogéint gëtt et en zimmlech dicht Busnetz, dat zu niddrege Präisser bal all Uertschaft ufiert. International Busse verbanne Mëtteleuropa mat Portugal, si gi wéinst der laanger Fuerzäit allerdéngs bal nëmme vu Gaaschtaarbechter benotzt. D'Busse fueren a Portugal vun der Rodoviária of, wou een och d'Biljeeë kritt.

Wat nach dozou ze soen ass:
All Krees huet en eegene reliéise Feierdag, dacks fir den Hëllegen Antonius den 13. Juni, dem Hëllege Johannes de 24. Juni oder den Hëllege Péitrus den 29. Juni. Wann de Krees kee sou e Feierdag huet, dann ass Fuessonndeg e gesetzleche Feierdag. De Fuessonndeg gëtt awer faktesch wéi e normale Feierdag behandelt, virun allem well d'Staatsbeamten deen Dag normalerweis fräi hunn. Donieft gëtt doriwwer diskutéiert, de 24. Juni als Feierdag anzeféieren (Onofhängegkeet vu Portugal am Joer 1128).




#Article 228: Ronnschwanzséikéi (237 words)


Eng Ronnschwanzséikou (Famill vun den Trichechidae) ass e grousst Mamendéier aus dem Mier, wat och, no sengem engleschen Numm, Manati, oder einfach Séikou genannt gëtt.

D'Trichechidae ënnerscheede sech vun den Dugongidae duerch d'Form vun hirem Kapp respektiv hirem Schwanz. De Schwanz vun enger Ronnschwanzséikou gläicht engem Paddel, bei den Dugongidae ass et éischter eng Forschett. D'Ronnschwanzséikou ass e Planzefriesser ka bis zu 4,5 Meter laang ginn.

Ze fannen si Ronnschwanzséikéi virun de Küste vun Nord-, Süd- an Zentralamerika, souwéi an der Karibik. Eng bestëmmten Aart lieft un der Westküst vun Afrika (Trichechus senegalensis), eng aner un der Ostküst vu Südamerika (T. inunguis) an zu gudder Lescht ass eng drëtt bei den Antillen doheem (T. manatus).
Eng Ronnschwanzséikou verbréngt seng Zäit haaptsächlech an de nidderege Gewässer an ass souwuel am Séiss- wéi am Mierwaasser doheem. Fréier gouf d'Ronnschwanzséikou wéinst hirem Ueleg an hirem Fleesch gejot, mä ass haut awer gesetzlech geschützt.

D'Ronnschwanzséikou vun den Antillen steet op der Rouder Lëscht. Obscho si keng natierlech Feinden huet, sou huet dach d'Ausbreedung vum Mënsch hir geschuet, well hiren natierleche Liewensraum ëmmer méi zerstéiert gouf.

Ronnschwanzséikéi begéine sech dacks ronderëm Elektrizitéitswierker, well do d'Waasser méi waarm ass. Mëttlerweil si se ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt ginn, an hunn opgehalen a méi waarm Gewässer ze wanderen, well et jo op der Plaz dauernd neit waarmt Waasser gëtt.

Et gëtt dräi Aarte vu der Ronnschwanzséikou:

Si gehéieren allen dräi zu der Gattung Trichechus.




#Article 229: Europäesche Conseil (363 words)


Den Europäesche Conseil (och alt EU-Sommet genannt) bréngt d'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun (EU), hir Ausseministeren an och de President vun der Europäescher Kommissioun zesummen. Hie leet déi allgemeng politesch Orientéierunge vun der EU fest a spillt domat eng decisiv Roll doran, wéi a wuer d'EU sech entwéckelt, wat hir Prioritéite sinn, asw.

En huet säi Sëtz zu Bréissel am Europa Building.

Den Europäesche Conseil kënnt gewéinlech véiermol am Joer zesummen, kann awer vu sengm President zu aussergewéinleche Sommetën zesummegeruff ginn, wann d'Aktualitéit dat erfuerdert. Seng Aufgaben a Funktiounsweis sinn am Aart. 15 vum EU-Traité an dem Aart. 235 an 236 vum Traité iwwer d'Funktionéiere vun der Europäescher Unioun gereegelt.

De President gëtt op zwee an en halleft Joer vun de Staats- a Regierungscheffe gewielt; hien däerf soss kee politescht Mandat hunn. Seng Roll ass et, eng Kontinuitéit an der Aarbecht vum Europäesche Conseil ze garantéieren a bei Konflikter ze vermëttelen a Kompromësser ze proposéieren; hien huet awer keen eegent Stëmmrecht.

Zanter 1969 sinn d'Staats- a Regierungscheffen an onreegelméissegen Ofstänn zesummekomm. 1974 si se sech Eens ginn, datt vun do u reegelméisseg ze maachen. Mam Akraafttriede vum Eenheetlechen Europäeschen Akt 1987 gouf den Europäesche Conseil als EU-Institutioun an d'Europäesch Traitéen opgeholl.

Virum A-Kraaft-Triede vum Traité vu Lissabon war de President dee Staats- oder Regierungschef, deem säi Land grad d'Presidence hat. Virum Akraafttriede vum Traité vun Nice waren des Sommeten gewéinlech an deem Land, dat grad d'Presidence huet, zanterhier ass dat ëmmer méi dacks zu Bréissel, fir d'éischt am Justus-Lipsius-Gebai, wou och de Conseil vun der Europäescher Unioun säi Sëtz huet, an zanter 2016 am neien Europa-Gebai.

Den Europäesche Conseil ass z'ënnerscheede vum Conseil vun der Europäescher Unioun, deen, zesumme mam Europäesche Parlament, d'Legislativorgan vun der EU ass: hei stëmmen déi jeeweileg Fachministeren nei Gesetzer of, déi an der EU gëllen.

Weider däerf een en net mam Europarot (op Franséisch Conseil de l'Europe) verwiesselen. Dëst ass nämlech eng eegestänneg international Organisatioun mat Sëtz zu Stroossbuerg, déi näischt mat der EU ze dinn huet, an an där och Länner wéi z. B. d'Tierkei a Russland Member sinn. Seng Kompetenz läit virun allem am Beräich Mënscherechter. Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ass Deel dovun.




#Article 230: Spéitantiquitéit (3084 words)


Spéitantiquitéit ass eng modern Bezeechnung fir d'Epoch, wou d'Antiquitéit an d'Mëttelalter iwwergeet. Wat d'Datéierung ugeet, sinn d'Fuerscher sech net ëmmer eens, mä ganz graff kann een dës Period vum réimesche Keeser Diokletian (284) bis zum byzantinesche Keeser Justinian I. (565) goe loossen.

Demno bezeechent d'Spéitantiquitéit en eegestännegen Zäitraum, deen een net méi zur klassescher Antiquitéit kann zielen, mä awer och nach net zum Mëttelalter. Als Haaptcharakteristike vun dëser Period gëllen d'Unerkennung vum Chrëschtentum, d'Reform vun der Arméi an der Administratioun vum Diokletian a vum Konstantin de Groussen. D'sakral Positioun vum Keeser gouf verstäerkt an duerch d'Vëlkerwanderungen déi de westlechen Deel vum Réimesche Räich grondleeënd verännert hunn.

D'Datéierung vun der Spéitantiquitéit ass bei de Fuerscher en emstriddent Theema. Allgemeng gëtt de Regierungsuntrëtt vum Diokletian 284 als Ufank vun der Period unerkannt, wat d'Enn ubelaangt si sech d'Fuerscher awer net ëmmer eens. Meeschtens gëtt en Datum gewielt tëscht der Deelung vum Räich duerch den Theodosius I. (395) an dem Enn vum westréimesche Räich (476) oder dem Enn vun der Regierungszäit vum Justinian I. (géint 565). Verschidden Historiker gi souguer nach méi wäit, a setzen d'Enn vun der Spéitantiquitéit mam Afall vun den Araber am Mëttelmierraum gläich (Pirenne-Thees).

D'Byzantinescht Räich huet zu gläicher Zäit bis zum Fall vu Konstantinopel (1453) weiderexistéiert.

An der eelerer Fuerschung gouf dacks nach d'Meenung vertrueden, datt d'Spéitantiquitéit eng Period vu moraleschem Verfall war (Edward Gibbon, Decline and Fall of the Roman Empire - Voltaire, Essai sur les moeurs et l'esprit des nations). Dës Theorie as hautdesdaags awer zimmlech widderluecht, an et fënnt ee se héchstens nach a Filmer.

Mam Regierungsuntrëtt vum Diokletian ass d'Réimescht Räich a seng Spéitphas eragetrueden. No der Kris vun der Zäit vun den Zaldotekeeseren huet den Diokletian sech beméit, d'Räich ze stabiliséieren an ze reforméieren. Sou koum et dann och zu enger grondleeënder Reform vun der Administratioun mat enger méi staarker Zentraliséierung a Bürokratiséiserung déi sech och an engem méi restriktive Steiersystem gewisen huet. Fir eng besser Administratioun gouf d'Räich an Diozesen ënnerdeelt.

Och d'Arméi gouf reforméiert. Si gouf an eng Marsch- (Comitatenses) an eng Grenzarméi (Limitanei) opgedeelt, fir bei eventuellen Iwwerfäll op der Grenz méi séier ze konteren. Dës Reform gouf definitiv ënner dem Keeser Konstantin beend, mä ganz nei war d'Iddi vun enger mobiler Arméi net. Am grousse Ganzen hunn d'Reformen e gudden Déngscht geleescht an dem Chaos, deen nach wärend den Zaldotekeesere geherrscht huet, en Enn gesat. Am Oste konnt sech Roum géint d'Persie vun de Sassanide behaapten, déi 297 vum Caesar Galerius geschloe goufen, an d'militäresch Reformen hunn d'Verdeedegung vun der Rhäin- an Donaugrenz verstäerkt.

Manner Erfolleg hat den Diokletian allerdéngs mat senger Regierungsform, der Tetrarchie (Véiererherrschaft), déi zwee Seniorkeeseren (Augusti) an zwee Juniorkeesere (Caesares) virgesinn huet, a reliéis duerch d'künstlesch Adoptioun vu Gëtter zementéiert gouf. Sou huet den Diokletian, deen och weiderhin an dësem System d'bestëmmend Figur war, de Bäinumm Iovius ugeholl, wat een ongeféier mat Schützling an Abkömmling vum Jupiter iwwersetze kann. Dëse System konnt sech awer net géint d'dynastesch Iddi duerchsetzen, wat d'Evenementer nom fräiwëllegen Zrécktriede vum Diokletian am Joer 305 beweisen.

De Konstantin de Groussen, de Jong vum Tetrarch Constantius Chlorus, huet sech am Sträid ëm d'Muecht nom Diokletian sengem Récktrëtt 305 duerchgesat. Als éischt huet de Konstantin sech mam Maxentius ugeluecht, deen och de Jong vun engem Tetrarch war (dem Maximian säin, dee sech souguer mam Konstantin senger Duechter bestuet huet). An dësem Sträid ëm d'Muecht koum et 312 zur Schluecht bei der Milvescher Bréck an zur mysteriéiser Bekéierung vum Konstantin zum Chrëschtentum, well him anscheinend virun der Schluecht e Kräiz erschéngt ass, an hien dann am Zeeche vum Kräiz d'Schluecht fir sech entscheede konnt. No 324 ass de Konstantin Elengherrscher am Räich, nodeem hie säi Konkurrent Licinius am Oste verdriwwen huet. Doropshin huet de Konstantin dat fäerdeg gemaach wat dem Diokletian seng Reformen ugefaangen haten, an der Verwaltung (nei Haffämter goufe geschaf, den Praefectus praetorio gëtt héchsten Zivilbeamten an et ginn nei Steieren agefouert) a beim Militär (Kreatioun vum Titel Magister militum). Ënner senger Herrschaft kënnt et och zum bedeitendste Schrëtt op laang Siicht zanter der Aféierung vum Prinzipat duerch den Augustus: d'Förderung vum Chrëschtentum, och wann nach bis haut d'Relatiounen tëscht dem Konstantin an de Chrëschten ëmstridde sinn. Ausserdeem huet de Konstantin eng nei Haaptstad baue gelooss, Konstantinopel, d'Stad vum Konstantin an dat neit Roum. Domat louch de Schwéierpunkt vum Räich definitiv am Osten.

Nom Doud vum Konstantin am Joer 337 ass e bluddege Krich ëm d'Muecht ugaangen, deen d'konstantinesch Dynastie deziméiert huet. Dem Konstantin säi Jong Constantius II. konnt sech schliisslech 351 als Elengherrscher duerchsetzen. Allerdéngs koum et méi spéit zum Konflikt mat sengem bei der gallescher Arméi beléifte Neveu Julian. Dëse gouf 361 Nofollger vum Constantius II. an huet versicht, eng Renaissance vum Heedentum anzeleeden, mä ouni Erfolleg. Nom Doud vum Keeser Julian bei enger Campagne géint d'Sassaniden am Joer 363 blouf d'Chrëschtentum d'dominant Relioun a schonn dem Julian säin Nofollger, de Keeser Jovian, war Chrëscht. Den Oste gouf ëmmer méi staark christianiséiert, mä och de Westen, deen zu Zäite vum Konstantin nach wäitleefeg heednesch war, huet sech ëmmer méi fir d'Chrëschtentum intresséiert (cf. Augustinus vun Hippo), och wann et nach zu enger Rei Ausenaanersetzunge komm ass (Donatismus, Arianismus, Monophysitismus am Osten).

Aussepolitesch war keng Rou z'erwaarden: am Norden a laanscht d'Donau sinn d'Germanen an d'Räich agefall, genee souwéi méi spéit d'Hunnen, an am Oste war d'Gefor vun de Sassaniden reell.

D'Réimescht Räich gouf zanter dem Valentinian I., deen dem Jovian säin Nofollger am Joer 364 ginn ass, erëm vun zwee Keesere regéiert, fir der Situatioun Meeschter ze ginn. Dozou koum och nach datt an de 70er Jore vum 4. Joerhonnert d'Vëlkerwanderungen ugefaangen hunn. D'Goten, déi iwwer d'Donau virun den Hunne geflücht waren, an och ufanks am Réimesche Räich ënnerkoumen, sech dann awer no Repressalie revoltéiert hunn, hunn de Valens, dem Valentinian I. säi Brudder a Keeser am Osten, 378 an der Schluecht vun Adrianopel geschloen. De Valens koum bei dëser Schluecht ëm d'Liewen, an de Gratian, den eelste Jong vum Valentinian I. a säin Nofollger 375, huet 379 de Spuenier Theodosius I. als Keeser am Osten agesat. 382 huet dësen en Traité mat de Goten ënnerschriwwen, duerch dee si am Räich bleiwe konnten, an als Zaldoten (Foederati) an der réimescher Arméi dénge sollten, mä awer hir Autonomie behale kéinten. 387 reegelt e Vertrag mat Persien de Sträit ëm Armenien. Den Theodosius, dee méi spéit de Bäinumm de Grousse kréie sollt, wéinst senger resoluter antiheednescher Politik, huet dat Onméiglecht méiglech gemaach, an den Osten quasi stabiliséiert.

Am Westen ass d'Situatioun awer nach laang net sou roseg: nodeem de Gratian eng Partie erfollegräich Campagne gefouert huet, wéi zum Beispill géint d'Alemannen, kënnt hie bei engem Opstand vu Britannien, dee sech och um Kontinent ausgebreet huet, 383 zu Lyon ëm d'Liewen. Nodeem sech den Theodosius an den Usurpateur Maximus eng Zäitchen eens gi sinn, léisst hien dësen awer 388 hiriichten. Doropshin huet hien dem Valentinian II., dem jéngste Brudder vum Gratian, de Westen iwwerlooss, mä och dëse ka sech net laang un der Muecht halen. 392 stierft de Valentinian II., warscheinlech vu sengem Magister militum Arbogast an den Doud gedriwwen. Den Arbogast setzt den heedneschen Eugenius als Keeser an. Den Theodosius mécht sech alt erëm op de Wee an de Westen a schléit den Eugenius an der Schluecht um Frigidus 394. Den Eugenius kënnt bei dëser Schluecht ëm, an den Arbogast hëlt sech dodropshin d'Liewen. D'Heedentum, dat den Theodosius scho mat Gesetzer aus de Joren 380/81 staark limitéiert hat an duerch Gesetzer an de Joren 391 an 392 souguer verbueden huet, krut domat säi politeschen Doudesstouss. Ënner dem Theodosius kënnt et dann nach emol zu enger kuerzer Eenheet vum Räich, éier et 395 definitiv gedeelt gëtt, an dat tëscht senge Bouwen Honorius am Westen an Arcadius am Osten.

Am Osten huet eng Period vu relativem Fridden ugefaangen, dee geleeëntlech vu Kämpf op der Donaufront (Hunnen a Germanen) an am 5. Joerhonnert op der Ostgrenz vun de Sassanide gestéiert gouf. Eréischt an der zweeter Hallschent vum 5. Joerhonnert huet sech d'Osträich erëm méi staark ëm d'Verdeedegung vu senge Grenze misse këmmeren. Wirtschaftlech ass den Oste weiderhin de staarken Deel vum Räich bliwwen, a konnt ëmmer nach grouss Zomme mobiliséieren; ausserdeem konnt d'ostréimesch Diplomatie verschidde Kämpf no Westen deviéieren. Virun allem konnt den Afloss vun de Magisti milita, déi dacks eng barbabesch Ofstamung haten, reduzéiert ginn. Den Arcadius a säi Jong, den Theodosius II. waren zwar net onbedéngt kompetent Herrscher, mä d'Administratioun vum Räich huet trotzdeem ouni allzegrouss Problemer funktionéiert, och wann et um Ufank vum Arcadius senger Regirungsperiod zu engem Konflikt mam Westräich koum, wiem dann elo Illyricum gehéiert.

De Westkeeser Honorius hat souguer, op Urode vu sengem Magister militum Stilicho, fir eng Zäit wëlles, militäresch géint d'Osträich virzegoen. Dëst gouf awer ni duerchgefouert, zumools net méi nodeem 406 d'Rhäingrenz definitiv zesummegebrach ass, an d'Germanen agefall sinn. De Stilicho gouf 408 ëmbruecht, e Muerd iwwer deen den Honorius um Courant war. Domat gouf erëm bewisen, datt d'Keeser ze vill mächtege Militärleit net trauen - an dat och dacks zu Recht.

Am Weste gouf et keng Rou méi. Vu Germanen an Hunne bedreet, ëmmer an der Gefor vun engem Putsch duerch de Magister militum an ze dacks vun onfäege Kandkeesere (wéi den Honorius) regéiert, huet d'Westréimescht Räich no a no seng wichtegst Provënzen un d'Germane veluer. Ufanks vum 5. Joerhonnert ass dann och nach Britannie verluer gaangen, an d'westréimesch Arméi, an där vill Germane gedéngt hunn, huet sech nom Doud vum Aetius de facto opgeléist. Am Westen hu sech um Territoire vum Imperium Romanum an der Hallschent vum 5. Joerhonnert eng Rei germanesch Räicher gebilt (Vandalen, Westgoten, Franken, Angelsachsen, Ostgoten a.a.) a 410 gouf Roum vun de Westgoten ënner dem Alarich geplëmmt. Dëse war virdru schonn am Osträich aktiv, entweder als Alliéierte vum Stilicho oder och emol eleng. De Fall vu Roum war fir d'Heeden en eendeitegt Zeechen als Strof vun de Gëtter well si sech vum ale Glawe getrennt hunn. Den Augustinus vun Hippo schreift doropshi säi grousst Wierk De Civitate Dei (Iwwer de Gottesstaat) als direkt Äntwert op dës Ënnerstellung.

D'militäresch Katastroph war fir de Weste mam Zesummebroch vun der Rhäingrenz 406 komplett. Déi wichtegst Provënze vun de westréimesche Keeseren (déi säit dem Honorius zu Ravenna gewunnt hunn) gounge verluer. D'Westgote goufe 418 an der Aquitaine ugesidelt, wou si e Staat am Staat ageriicht hunn, allerdéngs mam Averständnes vun der lokaler Aristokratie - am Weste gouf et souwisou keng fäeg Arméi méi, fir deem eppes entgéint ze setzen. D'Westgoten hu kuerz drop mat de Sueben Hispanien a Besëtz geholl. D'Vandale gi 429 an Africa an huelen domat dem westréimesche Keeser seng räichste Provënz ewech, soudatt dësen eigentlech nëmme nach iwwer Italien an Deeler vu Südgallie regéiert huet. D'Gefor vun den Hunnen ënner dem Attila konnt zwar duerch de Magister militum 451 néiergeschloe ginn, mä dofir hunn d'Réimer missen op germanesch Foederati zréckgräifen. Trotzdeem huet de Keeser Valentinian III., de leschte Keeser aus der theodosianescher Dynastie, de Generol 454 ëmbrénge gelooss, aus Angscht viru sengem Afloss. Dëst huet de Keeser misse mam Liewe bezuelen.

Seng Nofollger waren net méi kompetent, wat de Fall vum Magister militum Ricimer weist, deen 472 de facto d'Westräich dirigéiert huet. De Ricimer konnt och eng Partie Erfolleger fir sech verbuchen, wat d'Ofwier ubelaangt, mä och hie konnt net verhënneren, datt Roum 455 vun de Vandale geplëmmt gouf. Eng gemeinsam Operatioun vu West an Ost 468 géint d'Vandale war en Echec, deen zur Unerkennung vum Vandaleräich duerch Byzanz gefouert huet.

Den Oste konnt seng Grenze stabil halen. De Keeser Markian, deen 450 Nofollger vum Theodosius II. gouf, huet refuséiert, den Hunne Tribut ze bezuelen, an huet et fäerdeg bruecht, datt si sech éischter op de Weste konzentréieren.

Mat der Depositioun vum Romulus Augustus am Joer 476 duerch den Odoaker ass d'Westréimescht Räich u sengem Enn. De leschte legitime Keeser war allerdéngs de Julius Nepos († 480), wat awer zanter der Deelung an zumools nom Zesummebroch vun der Rhäingrenz net méi liewensfäeg war.

D'wirtschaftlech méi staarkt a méi bevëlkert Ostréimescht Räich konnt sech am Géigesaz zum Westréimesche Räich behaapten. De Keeser Leo I. konnt mat Hëllef vum méi spéide Keeser Zenon de gotesche Magister militum Aspar ausschalten. Den Anastasios I. hannerléisst senge Nofollger de gréisste Staatsschatz an der réimescher Geschicht. Ënner dem Keeser Justinian I. koum et souguer zu enger Restauratio imperii, obschonn dëse Versuch d'Imperium erëm ze restauréieren nëmme kuerzfristeg Erfolleger opweises hat. Am byzantinesche Räich ass d'Réimescht Räich staatsrechtlech um Liewen erhale ginn - d'Kultur vun der Antiquitéit huet hei weidergelieft, obschonn d'kulturellt Liewen zu Byzanz an de follgende Joerhonnerten eng Transformatioun matmécht a Byzanz scho kuerz nom Justinian I. seng eege Weeër geet.

Am Westen entsteet eng germanesch-romanesch Welt: um Enn vum 5. Joerhonnert léisst sech de Frankekinnek Clovis deefen an huet sou d'Ierfschaft vum Réimesche Räich a Gallien ugetratt, an Italie féiert de Got Theoderich de Groussen weiderhi säi Räich no réimeschem Muster. D'Fréimëttelalter huet sech an de follgende Joerhonnerte lues awer sécher entwéckelt, allerdéngs koum et dozou parallel am Westen zu engem kulturelle Niddergank (Réckgank vun der Literalitéit a Verfall vun de Stied). Eréischt no a no koum et erëm zu enger Redecouverte vun den anticken Auteuren bis zum Corpus iuris civilis.

An der spéitanticker Literatur fanne sech keng Zeeche vun enger Dekadenz. An der syrescher Literatur fënnt een eng Parti wichteg Wierker erëm, an an der laténgescher Literatur wieren ënner anerem den Ammianus Marcellinus, de Boethius, den Augustinus vun Hippo, den Ausonius, an de Cassiodor z'ernimmen. Am griicheschen Oste muss ee besonnesch den Libanios ervirhiewen, an bei de Neoplatonisten ginn och eng jett Wierker geschriwwen. D'Buch setzt sech géint de Schrëftrullo duerch, an an der Architektur ginn nei Bautypen erfonnt (Basilika). D'Mosaikkonscht entwéckelt sech och weider. An der Konscht dominéieren awer einfach Formen am Verglach mat der klassescher Antiquitéit.

Am Westen huet sech Latäin quasi ganz duerchgesat. D'griichesch-sproocheg Gebidder an Italien an op Sizilie verschwannen. Eréischt no der Eruewerung vum Justinian I. koum et zu enger Griichiséierung vun dëse Gebidder. Am Oste war Griichesch déi dominant Sprooch, a Latäin gouf nëmmen an der Arméi, der Administratioun an an Deeler vun Thrakie geschwat. Allgemeng kann een awer feststellen, datt d'Sproochkapazitéit vun den Eliten zréckgeet, fir de Westen d'griichescht a fir den Osten d'laténgescht.

Am Westen ass en Réckgang vun dr Bevëlkerung festzestellen, deen allerdéngs eréischt am 5. a 6. Joerhonnert däitlech gëtt. Déi grouss Stied, am Weste Roum a Karthago, am Oste Konstantinopel, Antiochia, Alexandria, waren ëmmer nach grouss Zentren, an hunn eréischt (fir de Westen) u Bedeitung no der Eruewerung duerch d'Germane verluer. Ënner anerem duerch dësen Afall vun de Germane koum et am Westen zu engem wirtschaftleche Réckgang. Dem Oste goung et donieft besser, virun allem och well déi wichteg Industrie- an Handelszentren am Oste louchen, wou och d'Strooss vun der Seid opgehalen huet, a mat de Perser gehandelt gouf.

D'Privatverméige war ënner enger klenger Uewerschicht opgedeelt, déi sech ëmmer méi a grandios Villen um Land zréckgezunn huet. De gréissten Deel vun der Bevëlkerung war also éischter aarm, an huet vum Dagesloun gelieft. Um Land waren d'Piechter an der Reegel un hiert Land gebonnen. Do, virun allem a Gallien, koum et och emol zu Opstänn, ënner anerem deem vun de Bagauden. Wat d'Sklaven ugeet, streide sech d'Fuerscher gär, mä et gëtt allgemeng ugeholl, datt sech wéineg geännert huet an der Praxis, an d'Sklaven also weiderhin eng net onwichteg Roll gespillt hunn.

De Keeser huet am spéitréimesche Räich eng Stellung ugeholl, déi där vun engem Vizekinnek vu Gott op der Äerd geglach huet, woubäi hien nach ëmmer un den alréimesche Prinzip vun der Fiirsuerg gebonne war, an e neie Keeser nach ëmmer duerch Akklamatiounen agesat gouf. Innepolitesch mierkt een de staarke Wëlle vun enger Zentralisatioun vun der Administratioun. D'Bürokratie huet zougeholl an d'Arméi gouf am Westen ëmmer méi vernoléissegt a barbariséiert, wat schlussendlech zur Opléisung am 5. Joerhonnert gefouert huet. Dem Westen hunn och d'finanziell Mëttel gefeelt, fir dës Arméi z'ënnerhalen.

D'Kierch ass am Westen op déi Plaz geréckelt, déi de Staat net méi erfëlle konnt. Hir Stellung gouf ëmmer méi gefestegt. Et koum awer zu e puer Kontroversen, engersäits duerch d'Heedentum, wat am 5. a 6. Joerhonnert nach aktiv war, mä och Differenzen an der Kierch selwer (Arianismus, Monophysitismus) hunn eng Festegung schwiereg gemaach. Dobäi koum de Schock vu 410 (Plëmmung vu Roum), op deen den Augustinus, den Orosius an anerer literaresch reagéiert hunn. An der Spéitantiquitéit entwéckelt sech och de Bëschof vu Roum zum Poopst, wärend an Egypten d'Mënchtum seng éischt Schrëtt wot. Dës verstäerkte Positioun vun der Kierch huet och dozou gefouert datt sech verschidde Perséinlechkeete géint de Staatsdéngscht a fir den Déngscht fir d'Kierch entscheet hunn (Ambrosius).

Am Westen huet schonn am 5. Joerhonnert en Transformatiounsprozess ugefaangen, dee lues a lues zum Fréimëttelalter gefouert huet, natierlech bedéngt duerch d'germanesch Presenz am Réimesche Räich. D'Germanen hunn awer ni versicht, d'réimesch Kultur ewechzekréien, wéi dem Theoderich dem Grousse seng Administratiounspraxis oder och nach de Westgoten hir Rechtspraxis weist. D'Grenze sinn awer fléissend. Am Oste koum et ni zu engem Evenement wéi 476 - allerdéngs leet déi modern Fuerschung net méi sou e grousst Gewiicht op den Ënnergank vu Westroum, wéi dat nach virdrun dacks de Fall war. Den Abroch vun den Araber um Ufank vum 7. Joerhonnert mécht der Eenheet vun der Mëttelmierwelt definitiv en Enn.

D'Quellelag vun der Spéitantiquitéit ass wuel déi bescht vun der gesamter Antiquitéit, virun allem duerch déi vill monumental Quellen. Déi wichtegst Source ass den Ammianus Marcellinus. Da kënnt mat groussem Ofstand de subjektiven Heed Zosimos a verschidde Kierchendénger (Eusebius, Ambrosius, Augustinus). Dozou kommen nach de Jordanes a Fragmenter vun aneren Historiker. Fir d'Datéierung vum Enn vun der Spéitantiquitéit ass de Prokopios von Caesarea eng gutt Source. Weiderhi sinn d'Riede vum Libanios a Themistios an eng Onmass vun Urkunde vu Bedeitung. Dozou kommen nach de Corpus iuris civilis, Inscriptiounen, Papyri an alles wat d'Archeologie eis liwwere kann.

D'Erfuerschung vun der Spéitantiquitéit war problematesch, virun allem wéinst dem fléissenden Iwwergang an d'Mëttelalter. D'eeler Fuerschung huet an der Spéitantiquitéit virun allem eng Zäit vun Dekadenz a Verfall gesinn (beaflosst duerch Montesquieu a Voltaire). Nach am 19. Joerhonnert gouf des Theorie ugeholl. Eréischt d'Studie vum John B. Bury an aneren hunn zu enger neier Siicht op des Period gefouert, déi net méi als reng Verfallszäit kann ugesi ginn. Wéiwäit de spéitantike Staat en Zwangsstaat war, bleift weiderhin ëmstridden, och wann déi haart Meenung vun der eelerer Fuerschung net méi sou ouni Weideres akzeptéiert ka ginn. De Peter Brown huet a sengen Aarbechten op d'Metamorphose vun der anticker Welt an dëser Epoch opmierksam gemaach, woubäi hie sech virun allem mat de reliéisen a kulturelle Verännerunge beschäftegt.




#Article 231: Der Fuehrer's Face (422 words)


Der Fuehrer's Face ass en Zeechentrickfilm aus dem Haus Disney aus dem Joer 1943.

Am Zweete Weltkrich goufen an alle gréissere Länner ënner anerem munnech Propagandafilmer gedréit. Nodeem d'USA mat an de Krich goungen, sinn natierlech d'Filmstudioe mat agespaant gi fir d'Krichspropaganda.

Den Disney Studio war natierlech och mat dobäi, an hat wëlles, eng vun hire bekanntste Figuren an d'Nazidäitschland ze versetzen. Den Titel war scho bekannt: Donald Duck in Nutzi Land. Mä dunn huet de Spike Jones mat senge City Slickers e Propagandalidd erausginn, dat en enorme Succès hat, Der Fuehrer's Face. Doropshin gouf de Filmtitel geännert an dem Spike Jones säi Lidd mat agebaut. Den Zeechentrickfilm, deen den 1. Januar 1943 fir d'éischt gewise gouf hat sengersäits nach méi e groussen Erfolleg.

Mir sinn an engem US-amerikanesche Propagandafilm géint d'Nazidäitschland, deen de Walt Disney am Zweete Weltkrich gemaach huet.

Den Donald Duck läit am Bett a gëtt duerch eng bläreg Marschmusek wakereg, steet op an dréint sech zu de Portraite vum Hitler, dem japanesche Keeser Hirohito a dem Mussolini a gréisst déi op eng rituell Manéier. Duerno well en erëm a säi Bett. Awer anonym Hänn schëdden him en Eemer Waasser iwwer de Kapp fir e vum Bett ewechzehalen. Da geet et op de Kaffisdësch; den Donald hëlt hanner engem Hitler-Portrait aus engem Kofferfort eng Kaffisboun eraus, déi un engem Fuedem hänkt. Déi zappt hien an eng Taass Waasser. Dann deet hie seng Naziuniform un, mat Hakekräizbrassard an Hakekräizkap fir schaffen ze goen.

When der Fuehrer says, We ist der master race
We HEIL! HEIL! Right in der Fuehrer's face
Not to love Der Fuehrer is a great disgrace
So we HEIL! HEIL! Right in der Fuehrer's face

De Spike Jones  His City Slickers ass eng US-amerikanesch Musekband, déi berüümt ass wéinst hire Parodien op alles wat jeemools en Toun vu sech ginn huet. Am bekanntste kéint hir William Tell Overture sinn. Dem Rossini seng Ouverture als Sportreportage mat der Stëmm vum Doodles Weaver: Bananas coming up through the bunch

When Herr Goebbels says we own the world and space
We Heil Heil right in Herr Goebbels' face

D'Wuert Heil ass 31-an-en-hallefmol am Lidd ze héieren.

Nom Krich ass de Film an den Tirang verschwonnen. Eréischt 2004 ass de Film erëm opgedaucht. An dem DVD-Coffret On The Front Lines aus der Serie Walt Disney Treasures ass e fir déi alleréischt Kéier ze fanne mat anere Kuerzfilmer, déi bei Disney an där Zäit gezeechent goufen.

Der Fuehrer's Face krut 1943 en Academy Award, also en Oscar, als Best Short Subject, Cartoons.




#Article 232: Dagobert Duck (190 words)


Den Dagobert Duck (engl. Scrooge McDuck), ass eng Comicfigur aus dem Walt Disney-Universum. Hien ass de Monni vum Donald Duck, Groussmonni vum Tick, Trick an Track an als Fantastilliardär déi räichsten Int vun der Welt.

Senge fiktive Liewensdonnéeën no ass hien 1867 zu Glasgow gebuer an 1967 zu Entenhausen gestuerwen. Den Don Rosa huet awer am Joer 2000 och verlaude gelooss datt den Dagobert säin 133. Gebuertsdag feiere géif.

Den Dagobert ass eng Erfindung vum Carl Barks. Déi éischt Kéier daucht hien am Joer 1947 an der Geschicht Christmas on Bear Mountain op. Säin engleschen Originalnumm weist schonn op säi Charakter hin, duerch deen en och weltwäit bekannt ass: Scrooge McDuck. De Familljennumm McDuck léisst direkt erkennen, datt den Dagobert schottesch Originnen huet. Säi Virnumm Scrooge ass eng Uspillung op de knéckegen Ebenezer Scrooge, dem Haaptcharakter aus dem Charles Dickens sengem A Christmas Carol.

Geneesou beléift wéi dem Carl Barks seng Comicgeschichten ëm d'Famill Duck, si mëttlerweil d'Comicalbe vum Don Rosa. Hie gouf 1991 fir d'éischt ugestallt, fir den Egmont-Verlag eng Comicserie ze zeechnen (Sein Leben, seine Milliarden). Bis haut huet den Don Rosa et op iwwer 25 Duck-Albume bruecht.




#Article 233: Euro (1611 words)


Den Euro (Iso-Code: EUR – Symbol: €) ass d'Wärung vun der Europäescher Wirtschafts- an Wärungsunioun. 19 vun den 28 Memberstaate vun der Europäescher Unioun (EU) hunn en als Wärung: d'Belsch, Däitschland, Éisträich, Estland, Finnland, Frankräich, Griicheland, Holland, Irland, Italien, Lettland, Lëtzebuerg, Litauen, Malta, Portugal, d'Slowakei, Slowenien, Spuenien an Zypern. Dobäi komme 6 Net-EU-Staaten, wourënner d'Micro-Staaten Monaco, San Marino an den Hellege Stull (Vatikanstad). Ausserdeem gëtt et 5 Länner, an och d'Wärungszonen CFA-Franc an CFP-Franc, deenen hiren Ëmrechnungscours un den Euro gebonne ass (kuckt och: Eurozon).

Den Euro gëtt et vum 1. Januar 1999 un als offiziell Buchwärung. Scho virdrun, de 14. Februar 1997 war allerdéngs schonn en éischten Emprunt an Euro, e Virleefer, op der Lëtzebuerger Bourse zur Cote zougelos ginn. 
 
Euro-Biljeeën a Mënze koumen den 1. Januar 2002 an Ëmlaf.

Den Euro gëtt duerch de System vun den Europäeschen Zentralbanke verwalt, dee sech aus der Europäescher Zentralbank an den Zentralbanke vun der Eurozon zesummesetzt. D'Europäesch Zentralbank ass als eenzeg kompetent, Decisiounen, déi den Euro betreffen, ze huelen.

De Virleefer vum Euro ass den ECU, d'Rechnungsunitéit vum Europäesche Wärungssystem (EWS), deen 1979 a Kraaft getruede war. Obschonn den ECU am Wäert vun 1:1 an Euro ëmgetosch gouf, ass nëmmen den Euro eng echt Wärung; den ECU war just eng Rechnungsunitéit, also och keng Buchwärung. Ausserdeem ware just Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Länner déi ganzen Zäit am EWS integréiert.

Am Traité iwwer d'Europäesch Unioun (Traité vu Maastricht) sinn d'Convergenzcritère festgeluecht, déi mussen agehale ginn, fir kënnen an der Eurozon dobäi ze sinn. Den 13. Dezember 1996 si sech d'EU-Finanzministeren iwwer den Euro-Stabilitéitspakt eens ginn.

Den 1. Januar 1999 ass d'Gebuertstonn vum Euro, vun do u sinn déi al national Wärunge just nach Fraktioune vum Euro. Mä den Euro gouf et just um Pabeier: Virementën a Versementën konnten an Euro gemaach ginn (a Griicheland zanter dem 1. Januar 2001), Konten a Spuerbicher konnten an Euro oder den ale Wärunge gefouert ginn. Wäertpabeieren an Aktien goufe just nach an Euro gehandelt. Mä nach sollt et 3 Joer daueren, bis datt d'Leit Eurosmënzen a -schäiner am Grapp kéinten halen.

Am September 2001 ass domat ugefaange ginn, fir d'éischt d'Banken, dann d'Geschäfter no an no mat den neie Billjeeën a Schäiner anzedecken. Dës hunn awer bis zum Joreswiessel net däerfen an Zirkulatioun bruecht ginn. Eng Ausnam waren d'Euro-Mënzen, déi ee vum 15. Dezember a Form vun enger Zort Virwelztiitchen, Euro-Starterkit genannt, bei Banken a Posten ze kafe krut (zu Lëtzebuerg z. B. am Géigewäert vu 500 Frang). D'Iddi war, datt d'Leit sech alt kéinte mat deene neie Mënze kënneg maachen, an och, datt e se Mënz an der Täsch hätten, wann se vum 1. Januar un akafe goungen.

Den 1. Januar 2002, Punkt Hallefnuecht, goufen och d'Billjeeën an den Ëmlaf bruecht. Wärend eng kuerzer Iwwergangszäit (déi ënnerschiddlech no Land war, mä net méi laang wéi den 28. Februar 2002 gedauert huet) sinn den Euro an déi al Landeswärunge parallel zirkuléiert. Dës hunn zanterhier kee legale Cours méi, kënnen awer nach eng gewëssen Zäit (och dëst ass vu Land zu Land, an och nodeem, ob et Billjeeën oder Mënze sinn) bei den Zentralbanken an Euro ëmgetosch ginn. Lëtzebuergesch a Belsch Frang-Mënzen z. B. goufe just bis den 31. Dezember 2004 ëmgetosch, elo zielt just nach hire Metall- oder Sammlerwäert.
D'Schäiner a Frange behalen awer hire Wäert.

An deene Länner, déi duerno den Euro agefouert hunn, gouf dat gläichzäiteg als Buch- an Ëmlafwärung gemaach (de sougenannte Big Bang-Zeenario). Och gouf d'Period vun der Parallel-Zirkulatioun vun der aler Wärung an dem Euro op 14 Deeg begrenzt.

Den Taux vum Euro par Rapport zu den ale Wärunge vun der Wärungsunioun gouf (ausser fir Griicheland, d'Slowakei, Slowenien, Zypern, Malta an Estland) den 31. Dezember 1998 festgeluecht. D'Basis dobäi war den Ëmrechnungswäert vum ECU.

Een Euro entsprécht: 

Par Rapport zum US-Dollar huet den Euro sech am Ufank negativ entwéckelt. De 4. Januar 1999, deen éischten Dag, wou Coursen op der Bourse an Euro gehandelt goufen, huet 1 Euro ronn 1,17 US-Dollar entsprach. No ongeféier 2 Joer hat den Euro mat ronn 0,82 Dollar pro Euro säin déifste Stand par Rapport zum Dollar erreecht. Des Tendenz geet awer zanterhier nees no uewen; den 21. September 2007 huet de Wiesselcours 1,40 US-Dollar fir 1 Euro iwwerschratt an de 26. Februar 2008 krut ee fir d'éischt Kéier fir 1 Euro 1,50 Dollar, an am Juli 2008 1,60 US-Dollar. Zanterhier ass de Wäert vum Dollar par Rapport zum Euro nees an d'Luucht gaangen; e louch am Juni 2010 ëm 1,20 USD fir 1 EUR.

Dës Länner hunn hir al Wärung duerch den Euro ersat:

Dozou gehéieren och déi véier franséisch Departementer vun déisäit dem Mier (Départements Outre-Mer oder DOM) Guyane, Réunion, Martinique a Guadeloupe. Et kann een deemno am Südamerikaneschen Djungel mam Euro bezuelen. Och Saint Pierre et Miquelon huet den Euro.

Dräi Länner hate scho virdrun eng Wärungsunioun mat engem Land, dat der EWU bäigetruede ass, an hunn deemno och den Euro als legal Wärung agefouert. Dëst sinn:

Si hate virdru schonn d'Recht, eng begrenzte Mass Suen a Form vu Mënzen erauszeginn (a Franséische Frang, resp. Liren), a kënnen dofir och eng limitéiert Zuel Euros-Mënzen erausginn. Andorra fir säin Deel däerf och, no engem Wärungsaccord mat der EU, zanter 2014 Mënze klappen.

Aner Territoiren hu vu sech aus decidéiert, den Euro zu hirer Standardwärung ze maachen, ouni datt s'eege Sue kéinten erausginn oder soss eppes matzedecidéieren hätten: 

Kosovo a Montenegro hate virdrun als Wärung déi Däitsch Mark, Andorra hat de Franséische Frang an d'Spuenesch Peset.

Kuckt och den Artikel Eurozon.

Groussbritannien an Dänemark hate fir sech am Traité vu Maastricht eng sougenannt Opt-out-Klausel duerchgesat, d. h. si hu sech d'Recht virbehalen, méi spéit ze decidéieren, ob a wann si dem Euro géife bäitrieden.

Fir Schweden ass dës Méiglechkeet a sengem Bäitrëtts-Traité zwar net virgesinn, mä et erfëllt bis ewell net d'Critèren, dem Wiesselcours-Mechanismus II bäizetrieden. Och huet d'Schwedesch Vollek an engem Referendum schonn zweemol refuséiert, der Europäescher Wärungsunioun bäizetrieden.

Déi Staaten, déi den 1. Mee 2004 (Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, d'Slowakei, Slowenien, Tschechien, Ungarn an Zypern), den 1. Januar 2007 (Bulgarien a Rumänien) an den 1. Juli 2013 Kroatien der EU bäigetruede sinn, hu keng Méiglechkeet, vu vir eran net Member an der Europäescher Wärungsunioun ze sinn. Se mussen awer selbstverständlech d'Stabilitéitscritèren anhalen an 2 Joer an der Salle d'attente vum Wiesselcours-Mechanismus II sinn, éier se den Euro kënnen aféieren.

De 27. Juni 2004 goufen d'Estesch Kroun, de Sloweeneschen Tolar an de Litauesche Litas am Wiesselcours-Mechanismus II agebonnen. Den 29. Abrëll 2005 sinn de Lettesche Lats, d'Maltesecht Pond an d'Zypriotescht Pond dobäikomm, an den 28. November 2005 d'Slowakesch Kroun. Bei deenen anere sinn d'Critèrë fir den EWR-II bis ewell nach net erfëllt.

Slowenien huet sech als éischt vun deene Länner qualifizéiert, an den Euro den 1. Januar 2007 als 13. Memberstaat agefouert. Malta an Zypern sinn den 1.1.2008 nokomm, an d'Slowakei war den 1. Januar 2009 un der Rei. Den 1.1.2011 huet Estland den Euro agefouert, den 1. Januar 2014 Lettland. an den 1. Januar 2015 Litauen.

D'Eurobilljeeë sinn an alle Länner d'selwecht. Et gëtt Billjeeë vu 5 Euro, 10 Euro, 20 Euro, 50 Euro, 100 Euro, 200 Euro a 500 Euro.

Drop ze gesi si verschidde Motiver zum Theema Baustiler an Europa uechtert d'Zäit. Op der viischter Säit ass als Motiv eng Fënster, op der Récksäit eng Bréck aus deene verschiddene Bauepochen. Et si keng reel Bauwierker, mä stiliséiert Representatioune vun deem, wat typesch fir déi ofgebilten Zäit war.

Et gëtt aacht Mënzen: 0.01 Euro, 0.02 Euro, 0.05 Euro, 0.10 Euro, 0.20 Euro, 0.50 Euro, 1.00 Euro, 2.00 Euro.

D'viischt Säit vun de Mënzen (den Avers) ass identesch an allen Eurozon-Memberlänner. Representéiert ass op de Mënze vun 1, 2 a 5 Cent Europa an der Welt. Op de Mënzen, déi virun 2007 erauskoumen, sinn op den 10-, 20- a 50-Cent-Mënzen déi (bis 2004) 15 EU-Memberslänner niefteneen, an um 1 an 2 Euro-Stéck d'EU mat hire (bis 2004) 15 Memberslänner. Vun 2007 ass op de Mënzen am Wäert vun 10 Cent bis 2 Euro Europa als Kontinent ofgebilt, fir den Erweiderunge vun 2004 an 2007 (an duerno?) Rechnung ze droen.

All Land aus der Eurozon huet säin eegenen Design op der Récksäit (Revers) vun de Mënzen. Déi eenzeg Gemeinsamkeet sinn déi 12 Stären aus dem Europäesche Fändel. Op der Récksäit kann dat selwecht Bild op allen 8 Mënze sinn, wéi bei den ireschen, e verschiddent jee no 'Faarf' vun der Mënz, wéi bei de spueneschen, oder awer ee verschiddent fir all Mënz, wéi bei deenen éisträicheschen.

Do donieft gëtt et nach Extraversioune vun den 2-Euro Mënzen, déi d'Memberstaaten eemoleg bei enger bestëmmter Geleeënheet, an an enger limitéierter Oplo, erausgi kënnen.

Et kann een iwwerall an der Eurozon mat deene verschiddene Mënze bezuelen, vu wou och ëmmer se sinn.

Eleng an de 14 offizielle Sprooche vun de Länner vun der Eurozon gëtt et 7 Varianten, fir dat kleng Wiertchen Euro auszschwätzen: Oiro am Däitschen, Öro am Franséischen an am Hollänneschen, Yurou am Engleschen, a, mat gerulltem R, EUro am Italieeneschen, Spueneschen, Esteschen a Finneschen, EUru am Portugiseschen, Airo am Letteschen, an Ewro am Griicheschen, am Slowakeschen an am Sloweeneschen.

Zu Lëtzebuerg gëtt sech typescherweis jee no perséinlechem Goût no der däitscher oder der franséischer Ausschwätzweis geriicht.

Bei Cent ass et nach méi komplizéiert: dofir hunn d'Griichen en eegent Wuert (leptó/leptá), an an de romanesche Sprooche gëtt am Alldag dacks dee gebräichlechen Numm fir den honnertsten Deel gebraucht, wéi centime, centesimo, cêntimo, asw. D'Finne schreiwen sentit/senttiä.

Am Lëtzebuergesche schéngt sech den Tsent duerchgesat ze hunn; Zantimm oder Centime héiert een éischter seelen, a 5 Su fir 0.25€ (sou wéi fréier d'25-Centimes-Mënz Fënnef-Su-Stéck housch) ass praktesch inexistent.

Den Euro huet 2002 de Karlspräis vun der Stad Oochen kritt.




#Article 234: Eurobilljeeën (473 words)


Den Euro, d'gemeinsam Wärung vun 19 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, zirkuléiert a Form vu 7 verschiddene Billjeeën (donieft gëtt et 8 verschidde Mënzen). Déi éischt Serie dovu gouf den 1. Januar 2002 an Ëmlaf bruecht.

Am Oktober 2006 ware bal 11 Milliarde Schäiner, mat engem Wäert vu bal 590 Milliarden Euro, am Ëmlaf.

Zanter 2013 gëtt eng nei Serie an Ëmlaf bruecht, déi déi al no an no ersetze soll. Ugefaange gouf mam 5-Euro-Schäin.

Et gëtt 7 verschidde Coupuren, déi all eng aner Faarf hunn. D'Motiver dorop representéieren d'Geschicht vun den europäeschen Architekturstiler.
Op der viischter Säit, dem Recto, si Fënsteren a Paarten ze gesinn, op der Récksäit, dem Verso, Brécken. Des solle Verbonnenheet an Oppenheet symboliséieren. Entworf huet se den Éisträicher Robert Kalina.

Op alle Billjeeë sinn den europäesche Fändel, d'Initiale vun der Europäescher Zentralbank a 5 Varianten (BCE, ECB, EZB, EKT, EKP), d'Ënnerschrëft vum President vun der Zentralbank, den Numm Euro a laténgescher a griichescher Schrëft, an eng Kaart vun Europa op der Récksäit.

D'Faarwe vun der neier Serie, déi Europa-Serie genannt gëtt, bleiwen déi nämmlecht wéi déi vun der éischter. Och d'Motiver (Brécken a Fënsteren) bleiwen onverännert, just den allgemengen Design gëtt liicht anescht (méi kräfteg Faarwen, d'Zuele sinn uewe méi grouss, d'Wuert Euro steet och op Kyrillesch do, vum 20er un ass eng Siichtfënster dran, asw.).

Als éischte Schäin gouf dee vu 5 Euro vum Abrëll 2013 un no an no ersat (déi am alen Design halen nach eng Zäitchen hir Gëltegkeet), am September dat Joer drop koum dee vun 10 Euro un d'Rei, an am November 2015 den Zwanzeger. De Fofzeger koum am Summer 2017 eraus, an d'Schäiner vun 100 an 200 Euro kommen am Fréijoer 2019 an Zirkulatioun. De 500er gëtt net erneiert, an d'Billjeeën an där Denominatioun ginn no an o aus dem Verkéier gezunn.

Anescht wéi d'Euromënzen hunn d'Eurobilljeeë keng national Säit, déi géif weisen, vu wou de Billjee hirkënnt. Dofir kann een um Buschtaf virun der Seriennummer gesinn, wat fir eng National Zentralbank de Schäin erausginn huet.

D'Buschtawe W, K a J si reservéiert fir déi Länner, déi den Euro nach net agefouert hunn.

Op der viischter Säit verstoppt ass de Code, duerch deen d'Dréckerei z'erkennen ass: de Plackecode. An der éischter Tabell uewe steet, wou de Code ze fannen ass. De Buschtaf steet fir d'Dréckerei (kuckt hei drënner) D'Coden A, C an S si reservéiert fir Dréckereien, déi bis ewell keng Billjeeën drécken. D'Dréckerei muss net noutwennegerweis an deem Land sinn, dat de Billjee erausgëtt: Sou sinn z. B. verschidde finnesch Euroschäiner an enger englescher Dréckerei gedréckt ginn. De Buschtaf an d'Ziffer um Wupp vum Code ginn un, wou de Schäin um Drockbou war: A1 ass uewe lénks, J6 ass ënne riets.

Zënter 2014 kënnt, beim Fënnefter ugefaangen, all Joers en neie Billjee eraus, deen no an no déi al ersetze soll.




#Article 235: Dammentour (144 words)


Dammentour ass e lëtzebuergesche Film vum Regisseur Paul Scheuer. En hat den 30. September 1992 seng Première am Utopia.

Am Stot vum Romain Welter, engem erfollegräiche Banquier a senger Fra Françoise, enger Sculptrice, déi duerch en Accident un de Rollstull gebonnen ass, hänkt den Hausseege schif. Beim Jogge léiert de Romain d'Lynn, en attraktivt jonkt Meedche kennen, a verléift sech zolidd an hatt. No enger Zäitche kënnt d'Lynn mat enger dramatescher Fuerderung un: fir mat him kënnen zesummen ze sinn, soll de Romain seng Fra ëmbréngen. De Romain léisst sech breetschloen a schläicht sech mat engem Revolver un d'Haus erun. Mä éier en zur Dot kann iwwergoen, fält e Schoss...

De Film hat e Budget vun 11,8 Millioune Lëtzebuerger Frang a gouf am Ganze vun 19.708 Leit am Kino gesinn.

De Film krut um Max Ophüls Festival 1993 zu Saarbrécken de 'Preis der SZ-Leserjury'




#Article 236: At-Zeechen (235 words)


D'Schrëftzeechen @ – dAt-Zeechen (Englesch: at sign), genannt ass e wichtege Bestanddeel vun E-Mail-Adressen, wou et de Benotzernumm vum Servernumm trennt.

Ursprénglech bedeit @ am englesche Geschäftsverkéier dat selwecht wéi zu oder zu jee am däitschen ( 4 lemons @ 20 cents ↔ 4 Zitrounen à 20 Cent). Well et am Handelberäich an engleschsproochege Länner dacks gebraucht ginn ass koum et op de Clavier vun de Schreifmaschinnen a spéider natierlech op Tastature vun de PCen.

Déi zwou Schreifweisen à an @ kommen eigentlech aus dem Franséischen. Am Englesche gëtt normalerweis at (wéi an I'm at home) gesot an dat Zeechen heescht commercial at. Am Däitsch gëtt @ à oder souguer shift-alpha ausgeschwat. Méiglecherweis kënnt de Begrëff aus dem Mëttelalter als handschrëftlech Verschmëlzung (Ligatur) vun de Buschtawen a an d vum laténgeschem Wuert ad (lëtz.: bei oder bei eppes).

Wéi bei der Erfindung vun der E-Mail am ARPA-Netz no engem nach net benotzten Zeechen am Schrëftsaatz vun den amerikaneschen Telegraphen (ASCII) gesicht ginn ass, dat de Benotzer- vum Servernumm kloer deele sollt, ass den Ray Tomlinson 1971 op den @ gestouss an hien huet et geholl fir at-Symbol an den E-Mail-Adressen.

An eelere Programméiersproochen (z. B. BASIC, dBase) ass @ heinandsdo och fir Operator fir d'Positiounsdonnéeë geholl ginn, de BASIC-Befeel  stellt zum Beispill d'Wuert HALLO an der zéngter Zeil an no der zwielefter Spléck um Schierm duer.

Zanter 2004 ass d'At-Zeechen och offizielle Bestanddeel vum Morsecode.




#Article 237: Suessem (193 words)


Suessem ass eng Uertschaft am Südoste vu Lëtzebuerg, am Kanton Esch-Uelzecht, an huet der Gemeng Suessem hiren Numm ginn.

Den Numm Suessem kënnt fir d'éischt 1268 als Sasseheim vir. Änlech Forme sinn:

Den Numm Sassenheim besteet aus dem Grondwuert Sassen- an der Nosilb -heim. Uertschaften, déi mat der Nosilb -heim ophalen, ginn dacks op eng Grënnung duerch d'Germanen, zu der Zäit vun der Vëlkerwanderung zréck.

D'Grondwuert Sassen leet sech vum germaneschen Numm Sahso of, dat iwwersat Der Sachse bedeit. An dësem Fall wier d'Siidlung eventuell no engem Sippen-Eelste benannt ginn. Méiglech ass awer och, datt ënner dem Karel dem Groussen eng gewëssen Unzuel vu Sachsen do ugesiedelt goufen, an datt d'Uerschaft ufanks ee Sachsenheim war. De Karel de Groussen, dee laang an ëmmer erëm géint déi heednesch Sachsen an de Krich gezunn ass, huet mat Virléift d'Ëmsiedlung an d'fränkescht Räich als Mëttel agesat, fir de Widderstand ze briechen.

Enger weiderer Theorie no, déi awer net ganz iwwerzeegend kléngt, wier d'Uertschaft réischt ëm d'Joer 1000 entstanen, zu enger Zäit wou d'Leifeegener och Hintersassen genannt goufen. Deemno wier Suessem virun 1000 Joer e Leifeegenenduerf gewiescht (mee dann hätte ganz vill Dierfer esou kënne genannt ginn!).




#Article 238: Bieles (131 words)


Bieles ass eng Uertschaft an der Minettsgéigend an der Gemeng Suessem.

Bieles daucht eng éischt Kéier 1272 ënner dem Numm Belevas op. Änlech Nimm sinn:

Den Uertsnumm kënnt aller Warscheinlechkeet no aus dem Keltesche belo wat souvill heescht wéi hell, blénkeg a vis wat ee mat Waasser oder Baach iwwersetze kann, oder veis wat souvill heescht wéi fléissen. Et léisst sech allerdéngs net méi feststellen, wat fir e Waasserlaf gemengt war. Allerdéngs gëtt et um Réissenger a Réidenger Bann eng Baach, déi Beler heescht.

Koppen an Hiwwelen:

Déi dräi sougenannt Bierger sinn d'Ausleefer vum loutrengeschen Äerzbaseng (bassin ferrifère de Lorraine). Si gehéieren zu engem Plateau dee sech vu Bieles bis op Rodange zitt, de westlechen Deel vum Minettbaseng. An der Fachliteratur ass e bekannt als de Becken von Beles-Differdingen-Rodingen (kieseliges Lager).




#Article 239: Bielesser Buerghaus (259 words)


DBuerghaus vu Bieles an der Gemeng Suessem daucht fir d'éischt Kéier an engem Dokument vum 30. November 1388 op, an deem vun der Buerg an der Fräiheet vun de Bielesser geschwat gëtt. Haut fënnt een allerdéngs keng Spuer méi vun där Buerg, weder am Volleksmond, nach op ale Kadasterpläng.

Haut kann ee sech déi Buerg vun 1388 wuel éischter als eng Zort befestegte bessere Bauerenhaff virstellen. D'Suessemer hunn d'Bielesser Buerghaus wuel opginn an engem Huefmann verpacht. Zanter deem Zäitpunkt verwësche sech d'Spuere vum Buerghaus.

Am Verkafsakt vu 1651 heescht et: item einen daselbst gelegenen Adlichen Freyen Hof, bestehendt ahn Hauß, Scheuren, Stallung, ietziger Zeith aber gantz verfallen, mit adlicher Freyleith und gerechtigkeith, Aysementen, garten, Büscheltgen, von etwa vier morgen Landts, auch allen darzu gehörigen Zehendts freyen Wießen und zween Weyeren, zwo verfallene Weyerßplatzen, auch Lendereyen von funfftzigh oder mehr morgen lands.

Op der Ferraris-Kaart vu 1777 ass am südlechen Deel vu Bieles en isoléiert Haus ze gesinn. Dobäi handelt et sech warscheinlech ëm dat fréiert Bielesser Buerghaus. Dat läit graff gesot an der Géigend vum haitege Kierfecht. De René Klein grenzt et weider a mam Kadaster vun der Maria Theresia (zu Beles obgesagter herschaft einerseiths friderich Crux erben, zur andern gesagtes Eysement zu diesem gehorig) a mam Kadaster vun 1824 deen als Noper vum Cruxhaus e Gebai am Réidenger Wee genannt beim Dorff weist dat op béide Säiten de Flouernumm im Widem huet - wat haut südlech vum 1850 gebauten Haff A Gadder läit, also do wou lo déi nei Haiser 12-14 op der no Frankräich ëmbenannter Strooss sinn.




#Article 240: Esch-Sauer (159 words)


Esch-Sauer (vereelzt och Esch am Lach), ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Esch-Sauer am Kanton Wolz, mat 389 Awunner (Stand: Mäerz 2020).

Si huet sech am Laf vun de Joerhonnerte ronderëm e Fiels am Dall vun der Sauer entwéckelt, op deem nach haut d'Ruine vun der Buerg stinn. Vun uewe gesinn huet Esch-Sauer eng Schléngeform. D'Duerf läit tëscht den Uertschafte Kauneref, Lëlz an Eschduerf.

Fir d'éischt Kéier gëtt Esch-Sauer am Liber Aureus Epternacensis ernimmt. Do steet geschriwwen, datt e gewëssen Nebulungus seng Gidder a seng Sklaven der Iechternacher Abtei vermaach huet. Dat war am drëtte Joer vun der Herrschaft vum Karel dem Groussen, also tëscht dem 9. Oktober 773 an dem 9. Oktober 774.

Am Mount Juni vum Joer 927, huet e gewësse Maingaud, seng Fra Hiltrud an hire Jong Godfrid vun der Abtei Stavelot Land, Wisen an 146 Awunner an der Uertschaft Esch krut. Op dem Bierg deen dozou gehéiert huet ass d'Buerg Esch Sauer opgeriicht ginn.




#Article 241: Zolwer (109 words)


Zolwer ass eng Uertschaft an der Gemeng Suessem.

Zolwer ass déi Uertschaft, déi an der Suessemer Gemeng am fréisten ernimmt gëtt. Am Oktober 793 schenkt d'Famill Garbannus-Ratsint dem Klouschter Iechternach ihren ganzen Besitz im Wawergau, in der Nähe des Kastells mit dem Namen Zolveren, in der Villa, die Hagenen genannt wird.

U sech ass Zolwer also den Numm fir d'Buerg um Zolwerknapp, éier e fir d'Duerf gebraucht gëtt. Et ass net ganz kloer, ob den Numm elo vum Germaneschen oder vum Keltesch-galloréimeschen hierkënnt.

Fréier Nimm:

D'Bedeitung vum Uertsnumm ass u sech nach ëmmer onkloer. Et gëtt awer ugeholl, datt en e kelteschen Urspronk huet an iwwersat Sonnebierg bedeite kéint.




#Article 242: Buerg Fiels (292 words)


DBuerg Fiels, an der Fiels, huet hiren Urspronk am 11. Joerhonnert. Haut ass dës Buerg net méi ganz erhalen. Nëmmen e Brochdeel vun der ganzer Buerganlag konnt restauréiert ginn.

An den Texter fënnt een d'Häre vun der Fiels eng éischt Kéier um Enn vum 12. Joerhonnert. Um Enn vum 16. Joerhonnert gouf d'Buerg iwwerfall an a Brand gesat, an ass zanterhier eng Ruin. Op e puer Plazen deelt e Gruef d'Buerg an zwee Deeler. De Lëtzebuerger Staat huet d'Buerg am Joer 1979 opkaf a mat de Renovéierungsaarbechten ugefaangen. Nach haut ginn do archeologesch Ausgruewunge gemaach.

Den eelsten Deel vun der Kärbuerg ass d'Homburger Haus, dat ëm 1350 gebaut gouf. Dat léisst sech an Dokumenter nokucken, déi soen, datt déi zwou Schwëstere vum Johann II., d'Irmgard an d'Mathilde, d'Bridder Friederich a Conrad vun Homburg tëscht 1338 an 1345 bestuet hunn. Si sinn duerch déi Bestietnesser zu Matpropriétairë vun der Buerg ginn. D'Haus selwer huet waarscheinlech aus zwéi Stäck bestanen, fir all Koppel een.

D'Chriechinger Haus ass dat eenzegt Haus, dat komplett restauréiert gouf. Et gouf ëm 1385 gebaut. Et besteet aus dräi Stäck an engem Keller. D'Trapenhaus huet fënnef Stäck mat méi klenge Kummeren. Un der ëstlecher Säit ass en hëlzenen Ubau op der Héicht vum éischte Stack.
Am grousse Sall um éischte Stack ass eng kleng Kapp an d'Nordsäit agelooss.
Um Rez-de-Chaussée sinn d'Bäckerei an d'Kiche vun der Buerg gewiescht. Besonnesch interessant um Bakuewen ass, datt den Damp net direkt duerch de vertikale Kamäi verschwënnt: de Kamäi mécht op hallwem Wee no baussen e Knécks a verleeft dann horizontal eraus. Genee iwwer dem horizontalen Deel vum Kamäin war de Schlofeck vum Haushär.
An der Kichen ass ausserdeem e Pëtz vun zwee Meter Duerchmiesser. Iwwer dëse Pëtz gëtt et iwweregens eng Chriechinger Legend.




#Article 243: Tom Bimmermann (124 words)


Den Tom Bimmermann, gebuer de 26. Dezember 1971 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuergesche Komponist, deen zu Los Angeles lieft.

Vun 1980 bis 1992 geet hien an de Conservatoire zu Esch-Uelzecht. Do léiert hie Solfège, Harmonie, Kontrapunkt, Fugenanalys, musikalesch Esthetik a Piano. 1990 schléisst hie säi Lycée zu Esch of a geet op Paräis op de Conservatoire National Supérieur de Musique de Paris. Do kritt e seng Diplomer 1991 am Kontrapunkt, 1992 an der Fuge an 1993 an Harmonie. Vun 1993 bis 1996 ass hien zu Salzburg am Mozarteum, wou e säin Diplom fir Dirigent fir Sinfoneschen Orchester mécht.

Duerno geet e vun 1992 bis 1996 an Dirigente-Coursen a Frankräich an zu Wien.

Am Escher Theater goufen en etlech vu senge Kompositioune fir d'éischt opgefouert:




#Article 244: Pohjola (231 words)


Pohjola ass eng Plaz an der finnescher Mythologie, déi sech op Pohja, den Norden, bezitt an och op d'Land vun de Sami am finnesche Nationalepos Kalevala.

An der Realitéit besteet Pohjola aus Deeler vu Lappland an dem ale Kainuu. Pohjola kann awer och als reng mythologesch Plaz verstane ginn, als nërdlecht Land, dat fir ëmmer an der Keelt läit, an zugläich och nach d'Source vun allem Béisen ass. Krankheeten an de Frascht komme vun dësem Pohjola. Pohjola ass de Géigner vu Väinölä, dem Land vun de Kalevala.

An der Mythologie ass d'Louhi, eng mächteg béis Hex d'Herrscherin vu Pohjola. De Schmadd Seppo Ilmarinen kreéiert op hire Wonsch hin d'Sampo, als Bezuelen dofir datt hien der Louhi hiert Meedche bestueden däerf. D'Sampo ass, änlech wéi d'griichesch Cornucopia, eppes wéi e Becher dee ni eidel gëtt. Mä och aner Figuren aus der Kalevala wollten sech mat den Duechtere vum Louhi bestueden. Ënner hinne ass den Aventurier Lemminkäinen an de Weise Väinämöinen. D'Louhi verlaangt och vun hinne gewësse Wonner, sou zum Beispill d'Ëmbrénge vum Schwan vun Tuonela. Dës Hochzäiten hunn traditionell mat ordentleche Feieren an de groussen Hale vu Pohjola opgehalen.

D'Fondatioune vun der Sail déi d'Welt dréit waren, no der finnescher Mythologie, iergendwou iwwer dem nërdlechen Horizont zu Pohjola. Déi ganz Geschichte ronderëm d'Louhi, de Krich ëm d'Sampo an d'Brieche vun der Sail déi d'Welt dréit sinn de Stoff, aus deem dKalevala besteet.




#Article 245: Europäesch Investitiounsbank (474 words)


DEuropäesch Investitiounsbank (EIB) gouf 1958 duerch den Traité vu Roum geschaf, fir dozou bäizedroen, verschidden Ziler vun der Europäescher Unioun z'erreechen, andeems se verschidden Investissementsprojete finanzéiere soll. Sou Projete mussen z. B. dozou bäidroen, d'europäesch Integratioun, eng ausgeglachen Entwécklung, wirtschaftlech a sozial Cohesioun oder eng op Wësse baséiert, innovativ Ekonomie ze fërderen.

D'EIB huet hire Sëtz zu Lëtzebuerg. Ronn 1400 Leit schaffen do. President ass de Werner Hoyer.

D'Europäesch Investitiounsbank investéiert a Projeten, déi den Ziler vun der Europäescher Unioun (EU) dénge sollen. Se mécht keng Beneficer an hieft keng Zënsen op hire Konten op.

Hir Fongen, déi s'investéiert, stamen net aus dem EU-Budget. Si si geléint op de Finanzmäert oder stame vun hiren Aktionären, d. h. den EU-Memberstaaten.

Doduerch, datt d'Memberstaaten hanner hir stinn, huet si déi héchst Kreditwierdegkeet (AAA) a kann deementspriechend zu ganz gënschtege Bedingungen héich Zomme léine goen, déi se dann a Projete vun ëffentlechem Intressi investéiert, déi soss net, oder nëmmen zu méi héije Prêten, finanzéiert hätte kënne ginn.

D'Projeten, an déi d'Europäesch Investitiounsbank investéiert, ginn op Grond vun dëse Critèren ausgewielt:

Dës Critèrë gëlle fir Aktiounen an a baussent der EU. Bal 90 % vun den Aktioune vun der EIB gi bannent der EU realiséiert, e wichtegen Deel an deenen neie Memberslänner.

D'BEI ënnerstëtzt ausserdeem d'nohalteg Entwécklung an de Mëttelmierlänner, an de sougenannten AKP-Staaten (Afrika, Karibik a Pazifik), an an eenzele Projeten a Latäinamerika an an Asien.

Schliisslech ass d'BEI Haaptaktionär vum Europäeschen Investitiounsfong, deen 1994 op d'Been gesat gouf, fir Investissementer an de Kleng- a Mëttelbetriber ze finanzéieren.

Bei grousse Projeten (iwwer 25 Milliounen Euro) schafft d'EIB direkt mat de Promoteure vum Projet. Bei méi klenge Projete schafft se mat enger 180 Banken a spezialiséierte Finanzvermëttler zesummen.

D'EIB decidéiert autonom, wiem se wéi vill léint, an dat op Grond vun de Meritë vum Projet an de Méiglechkeete vun de Finanzmäert. All Joer gëtt s'e Rapport eraus, an deem se hir Auswiel beschreift.

D'EIB schafft mat den Institutioune vun der EU zesummen. Hir Vertrieder kënnen dobäi sinn, wann d'Comitéë vum Europäesche Parlament zesummekommen, an hire President kann un de Versammlunge vum Conseil vun der Europäescher Unioun
deelhuelen.

D'EIB huet e Conseil vu Gouverneuren, dee sech aus de Ministeren (meeschtens de Finanzministeren) vun den EU-Memberstaaten zesummesetzt. Dësen definéiert d'allgemeng Politik vun der Bank a puncto Prêten, approuvéiert de Bilan an de Joresrapport, erlaabt der Bank, Projete baussent der EU ze finanzéieren an decidéiert iwwer eventuell Kapitalerhéijungen.

Da gëtt et nach e Verwaltungsrot, wouvun de President vun der Bank och President ass, an deen aus 24 Membere besteet, déi vun den EU-Memberstaaten ernannt ginn, an engem, dee vun der Europäescher Kommissioun nominéiert gëtt. Dësen approuvéiert déi eenzel Aktiounen, wou Sue ge- oder verléint ginn, a muss doriwwer oppassen, datt alles riicht leeft.

Schliisslech ass do den Direktiounscomité. Hien ass d'Exekutivorgan vun der Bank an domat fir hiren alldeeglegen Oflaf verantwortlech.




#Article 246: Le pont rouge (132 words)


Le pont rouge ass e Film vum Geneviève Mersch aus dem Joer 1991.

Zanter 1966 féiert d'Rout Bréck vum Lampertsbierg op de Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg. Déif ënner der Bréck läit de Pafendall mat sengen Haiser. Ënner der Bréck lieft et sech net méi roueg, well vun der Bréck fält all Méigleches erof: Fritte vun der Fouer, Steng, oder Mënschen déi d'Flemm mam Liewen hunn.

Dës Situatioun gëtt vun de Kanner an den Erwuessenen aus dem Pafendall an Interviewë beschriwwen. Ouni ee grujelegt Bild ze weisen, geléngt et der Geneviève Mersch d'Angscht an d'Onsécherheet vun de Leit aus dem Pafendall duerzestellen.

Iwwregens; wéi de Film no senger Opféierung fir vill Diskussioun gesuergt hat, ass endlech e Schutz op der Bréck opgeriicht gi fir datt kee méi kann an den Dall erofsprangen.




#Article 247: Louis-Ferdinand Céline (540 words)


De Louis-Ferdinand Destouches, méi bekannt ënner sengem Schreiwernumm Louis-Ferdinand Céline, oder einfach Céline, gebuer de 27. Mee 1894 zu Courbevoie a Frankräich a gestuerwen den 1. Juli 1961 zu Meudon, war e franséischen Dokter a Schrëftsteller.

Säi Papp, de Fernand Destouches, koum vum Havre a war Privatbeamten am Déngscht vun enger Assurancëgesellschaft, a seng Mamm, gebuer Marguerite Guillou, huet ee Buttek geféiert. Säi Grousspapp, den Auguste Destouches, war Professeur agrégé am Lycée vum Havre gewiescht.

De Louis-Ferdinand Destouches ass zu Paräis grouss ginn an och do, bis zum Certificat d'études, an d'Schoul gaangen. Duerno huet hie sech an Däitschland an an England opgehal, ier en zu Paräis an zu Nice bei verschiddene Bijoutieren an d'Léier gaangen ass.

Mat uechzéng Joer (1912) huet hi sech fräiwëlleg an den 12e régiment de cuirassiers zu Rambouillet gemellt. 1914 gouf hien op der Front an Nordfrankräich blesséiert, wat him eng Invaliditéit vu 75 %, dMédaille militaire an e Véiert Deckblat am Illustré national N°52 abruecht huet (- wat heescht dat?). No engem Openthalt zu London krut en 1916 eng Plaz als Handelsagent an der ex-däitscher Kolonie Kamerun. Do ass hien awer vum Paludismus befall ginn, an hien ass 1917 zréck a Frankräich komm.

Tëscht 1924 an 1928 huet hie fir de Vëlkerbond geschafft, deen hien an d'Vereenegt Staate vun Amerika an a Westafrika geschéckt huet. Vun 1927 un, war hie Praktiker an engem Dispensaire zu Clichy.

Ënner dem Pseudonym Céline huet hien 1932 d'Buch Voyage au bout de la nuit publizéiert, fir dat hie mam Prix Théophraste-Renaudot geéiert gouf. 1936 huet hie säin zweet Wierk verëffentlecht: Mort à crédit; an no enger Rees an der Sowjetunioun, huet e Mea culpa erausginn, an 1937 an 1938 Bagatelles pour un massacre a L'école des cadavres.

Wéi den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, war hien zu Saint-Germain-en-Laye etabléiert. Hie gouf du fir d'Reederei Paquet Dokter um Schëff Chella. De Céline ass dunn op Paräis gaangen an huet de mobiliséierten Dokter vu Sartrouville an deem senger Praxis ersat.

Wärend dem Exode vum Mä-Juni 1940 huet hien eng Ambulanz mat kranke Leit betreit. Duerno ass en zréck op Paräis gaangen an huet den Dispensaire vu Bezons geleet. 1941 huet e Les beaux draps publizéiert, an 1944 Guignol's Band.

Wärend der Okkupatioun vu Frankräich huet de Céline eng Rëtsch antisemitesch Artikelen a verschiddenen Zeitungen erausginn. Domat huet hie säin Numm als gudden a stilistesch innovative Schrëftsteller ruinéiert.

Vun 1944 bis 1951 huet de Céline am Exil gelieft, d'éischt an Däitschland, zu Sigmaringen, wou de Marschall Pétain mat enger Partie Unhänger vun den Nazien a Sécherheet bruecht gi war, an dunn am neutralen Dänemark. Déi dänesch Autoritéite hunn de Céline zwar festhuele gelooss, mee net ausgeliwwert. No bal engem Joer am Prisong koum hie fräi a konnt sech bei sengem Affekot, dem Me Mikkelsen, néierloossen. A Frankräich gouf e par contumace zu engem Joer feste Prisong veruertelt. Nodeems 1951 en Amnestiegesetz a senger Heemecht gestëmmt gi war, konnt de Céline zréck a Frankräich goen a sech nees als Dokter zu Meudon installéieren. Do huet hie besonnesch no der aarmer Bevëlkerung gekuckt.

De Céline ass 1961 bei sech doheem gestuerwen.

Céline, Voyage au bout de la nuit op 16 CD-Audioen liest den Denis Podalydès den integralen Text, bei Frémeaux  Associés, ISBN 2 844680437




#Article 248: Äerzengel (Archange) (110 words)


Äerzengel (Archange) ass en Documentaire vum Claude Waringo aus dem Joer 1989.

E Film iwwer de Lëtzebuerger Vëlosprofi Charly Gaul, deen 1958 den Tour de France gewonnen hat.

De Film besteet aus Biller vun där Zäit, aus Interviewen mam Sportreporter Pilo Fonck a mam Historiker Gilbert Trausch an aus Extraiten aus der geschriwwener Press.

Der Streifen ist eigentlich nicht an Charly Gauls Person interessiert, er versucht vielmehr zu dokumentieren, was die Luxemburger in Gaul sahen, wie er sich in den Köpfen seiner Mitmenschen in eine mythische Figur verwandelte, welches Bild man von ihm hatte, welche Erinnerungen und Vorstellungen sich mit dem Namen Charly Gaul verbinden.(Viviane Thill, Tageblatt, 10. August 1989)




#Article 249: Giovannino Guareschi (166 words)


Den Giovannino Oliviero Giuseppe Guareschi, gebuer den 1. Mee 1908 zu Fontanelle di Roccabianca, engem Deel vun der Gemeng Roccabianca an der italieenescher Provënz Parma, a gestuerwen den 22. Juli 1968 zu Cervia war en italieenesche Journalist, Karikaturist a Schrëftsteller. Hien ass bekannt ginn duerch seng Romanfiguren, de kathoulesche Geeschtlechen Don Camillo a de kommunistesche Buergermeeschter Peppone.

Den Numm vun der Stad, an där sech alles ofspillt, hat de Guareschi nëmmen an der alleréischter Geschicht geschriwwen, Pontenara, a wéi déi éischt Bucheditioun 1948 erauskoum, hat de Guareschi den Numm erausgeholl. Bei de Filmer ass et anescht. An deenen zwéin éischten huet d'Uertschaft keen Numm. Awer an deenen dräi aneren ass se einfach genannt ginn, wéi d'Klengstad wierklech geheescht huet, wou d'Filmer gedréit goufen, Brescello.

Den éischte Film vun 1951 gouf 1953 Englesch synchroniséiert, mam Orson Welles als d'Stëmm vu Jesus um Kräiz, a gouf an den USA gewisen. De Succès war net terribel, well vun deenen anere Filmer ass kee méi iwwer de grousse Pull gaangen.




#Article 250: Superjhemp (Personnage) (186 words)


De Superjhemp ass eng Lëtzebuerger Comicfigur an de Protagonist vun der Comicserie mam selwechten Numm, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.

D'Figur vum Superjhemp ass als Persiflage op déi nei Well vun Nationalbewosstsinn, déi an den 1980er Joren opkomm ass, entstanen. En ass inspiréiert vum mat Camembert gedoppte Super Dupont, enger franséischer Figur vum Marcel Gotlib a vum Jacques Lob, déi hirersäits eng Karikatur vum amerikanesche Superman ass. Als biergerlechen Typ ass de Superjhemp de Charel Kuddel, eng Verkierperung vum typesche Lëtzebuerger. En ass Staatsbeamten (Am Ministère vun den Ongeléiste Problemer), wunnt mat Fra (Félicie Kuddel-Fleck) a Kanner (Metti, Sandra, Steve) an engem Eefamilljenhaus op 150 Rue de la Patrie zu 6969 Luxusbuerg. Mat Hëllef vu Kachkéis verwandelt e sech an de Superjhemp, deen doduerch ausseruerdentlech Kräfte kritt a fléie kann.

An all Episod muss de Superjhemp d'Land Luxusbuerg virun engem oder méi Béise retten, wéi dem Filip von Filoux, der Jessica Jaguar oder anere Polit-Terroristen. A sengen Aventurë begéint een ëmmer erëm Karikature vu verschiddene bekannte Lëtzebuerger, an och déi lëtzebuergesch an international Aktualitéit vum viregte Joer gëtt dodra verschafft.




#Article 251: Freaks (197 words)


Freaks ass en US-amerikanesche Film aus dem Joer 1932.

Den Hans an d'Frida aus dem Zirkus Tetrallini hu sech gär. Den Hans huet awer och en A op d'Trapezkënschtlerin Cleopatra geworf. D'Cleopatra bestit sech da mat dem Liliputaner Hans, eleng wéinst dem Hans senge Suen.

Freaks as eent vun deenen aussergewéinlechste Wierker aus der Filmgeschicht.

D'Rolle vun de Freaks gi vu Mënsche gespillt déi wierklech déforméiert oder handicapéiert sinn. De Film ass awer a kengem Moment voyeuristesch. E probéiert och a kengem Moment d'Matleed beim Nokuckert fir déi anormal Acteuren ervirzeruffen. Et sinn och net d'Freaken déi als déi Béis am Film optrieden, mä déi wierklech Schlecht sinn am Fong geholl déi Normal, dat heescht, déi ouni kierperlech Gebriechen.

No iwwer 70 Joer beréiert de Film nach ëmmer, an en huet näischt vu senger Wierkung verluer.
De Film ass an England 30 Joer verbuede gewiescht. Dem Tod Browning seng Carrière war no Freaks sou gutt wéi eriwwer, duerno ass hie vun de Filmstudioe boykottéiert ginn.
 
Freaks war bis elo bal nëmmen an engem Ciné-Club oder an enger Cinémathèque ze gesinn.

Am November 2004 koum de Film an enger exzellenter Fassung op DVD bei Warner Home Video eraus.




#Article 252: Bommeleeër (2880 words)


Mam Begrëff Bommeleeër gëtt zu Lëtzebuerg eng bis ewell onbekannt Grupp vu Persoune benannt, déi tëscht dem Abrëll 1985 an dem Abrëll 1986 mat enger Rei Sprengstoff-Uschléi virun allem op Infrastrukturariichtungen an op ëffentlech Gebaier d'Land an Otem gehalen huet.

Wann de Begrëff Bommeleeër sech am kollektive Verhalt festgesat huet, sou woussten d'Enquêteure zanter dem Juli 1985 datt et sech ëm eng Grupp vun op d'mannst 4 Leit handele misst. Bommerleeërten wier dann och dee méi richtegen Ausdrock fir d'Auteure vun dësen Uschléi.

Nodeem et jorelaang roueg ëm d'Affär war, huet d'Enquête zanter 2004 en neien Driff kritt. De 25. November 2007 huet de Procureur Robert Biever op enger Pressekonferenz matgedeelt, datt zwou Persounen, déi zur Zäit vun den Uschléi bei der Brigade mobile vun der Gendarmerie waren, beschëllegt gi wieren (wéinst versichtem Doutschlag, wéi en eng Woch méi spéit an enger Chamberkommissioun wësse gelooss huet). Déi zwéi bestreiden, eppes mat der Affär ze dinn ze hunn.

Mat 2 Uschléi op en elektresche Mast vun der Cegedel zu Beidler, den 30. Mee an den 2. Juni 1984, ass d'Serie vun den am Ganzen 20 Uschléi ugaangen. Un deem Mast hounge Stroumleitungen, déi de Laangwellesender vun RTL mat Stroum beliwwert hunn.

Virdru gouf et eng hallef Dosen Déifställ an Abréch, ë. a. um Fuesweekend 1984 a 85, a verschiddene Steekaulen, bei deenen iwwer 400 kg Luxite (Sprengsalpéiter), Sprengkapselen an Zündere geklaut goufen. Déi koume bei den Uschléi zum Asaz.

Den 12. Abrëll 1985 gouf et eng Explosioun an engem onbewunnte Weekendhaischen zu Buerschent, déi awer net eendeiteg (zum Deel, well keng Spueren opgeholl goufen) mat der Serie a Verbindung bruecht konnt ginn.

Weider goung et da mat enger Serie vun Uschléi an de Méint duerno, déi ë. a. elektresch Pottoen, Gasleitungen, Telefonskabelen, d'Radaranlag um Fluchhafe Lëtzebuerg, mä och d'Schwämm um Kierchbierg, EU-Ariichtungen, de Sëtz vum Wort, de Büro vum Untersuchungsriichter, dee mam Dossier befaasst war, um Stater Geriicht, e Policebüro an d'Privatwunnenge vun engem Notaire a vum Gendarmeries-Colonel Wagner, dee just virdru pensionéiert gouf, als Zil haten.

Et gouf bei deenen Uschléi zum Gléck keng mënschlech Affer - op d'mannst keng direkt -, mä dacks war et just den Zoufall, dee Schlëmmeres verhënnert huet. En Ingenieur gouf awer bei der Spueresécherung un der Hand blesséiert, et gouf 5 Blesséiert an den accidentéierten Autoen, déi op der Escher Autobunn an d'Kabele vum ëmgefalenen Héichspannungsmast gerannt waren, an een Zaldot ass um Wee fir op en Asaz, fir e potentiellt Attentatszil ze bewaachen, bei engem Autosaccident déidlech verongléckt. Och de Muerd un engem Hobbydetektiv gouf mat der Affär a Verbindung bruecht, ouni datt awer bis ewell schlësseg Beweiser dofir virléichen.

Den ugeriichte materielle Schued gëtt op wäit iwwer 25 Milliounen Euro geschat.

Laang ware keng Revendicatiounen oder Bekennerschreiwe vun den Auteure bekannt. Eréischt 2004 ass duerchgesickert (an am November 2007 vum Robert Biever confirméiert ginn), datt et Léisegeldfuerderunge gouf: 250.000, respektiv 750.000 US-Dollar sollt d'Cegedel bezuelen, fir datt domat opgehale géif. Et gouf och e mësslongene Versuch, dës Suen den Erpresser ze ginn.

Eng Belounung vun 12 Milliounen aler Frangen (enger 300.000 Euro) war ausgesat gi fir deen, deen et erméiglecht, d'Auteure festzehuelen.

Trotz enger zäitweis bis zu 30 Mann héijer Spezialkommissioun, déi iwwer d'Affär enquêtéiert huet, sinn d'polizeilech Ermëttlunge jorelaang zu kenge schlëssege Resultater komm, wien dohanner géif stiechen. Et gouf an all méiglech Richtungen enquêtéiert: ugefaange bei Leit, déi hir Rechnunge bei der Cegedel net bezuelt haten, iwwer Studentekreesser (well d'Attentater meeschtens de Weekend iwwer waren), an d'Awunner vu bestëmmten Uertschaften, bis hin zu méigleche Verbindungen zu der Waldbëlleger Affär, mä och zu auslänneschen Terrororganisatioune wéi d'RAF oder d'belsch Cellules Communistes Combattantes.[1]

De Fait, datt et der Police u Mëttele gefeelt huet, an och, datt bannent kuerzer Zäit noenee véier Untersuchungsriichter mam Dossier befaasst waren, hu mat dozou bäigedroen, datt bal 20 Joer der Ëffentlechtkeet keng Resultater konnte matgedeelt ginn.

Sou ass et net verwonnerlech, datt an der Press alt ëmmer nees iwwer méiglech Hannergrënn oder Verbindunge mat aneren Affäre spekuléiert gouf. Souguer de Kriminolog Armand Mergen huet z. B. 1996 an engem RTL-Interview sibyllinesch gemengt, d'Affär wier opgekläert, mä net public. Als méiglech Matschëlleg goufen alt de Prënz Jean, Brudder vum Grand-Duc Henri, oder de fréiere Chef vun der Brigade Mobile oder de Geheimdéngscht an d'Gespréich bruecht.

Uganks vun den 2000er Joren ass d'Enquête, déi bis dohin ni klasséiert gi war, nees méi intensifiéiert ginn. RTL Radio an Televisioun hunn tëscht Abrëll 2005 a Februar 2006, ëmmer op den Dag genee, d'Virfäll vun 20 Joer virdrun a Spezialreportagen thematiséiert. Dobäi koumen och alt nei Detailer un d'Ëffentlechkeet, virun allem Zeien hu sech gemellt, vun deenen der e puer deklaréiert hunn, si wieren net seriö geholl ginn, oder net zréckkontaktéiert ginn, wéi se wollten eng Ausso maachen.

En Zeien hat am November 2005 gesot, hien hätt eng Persoun aus dem ëffentleche Liewen e puer Stonne virun engem Attentat op d'Radaranlag um Findel, do an der Noperschaft erëmerkannt, mä wier deemools, wéi en dat bei der Sûreté gemellt huet, vun dëser ënner Drock gesat ginn, den Numm ni ëffentlech ze soen. Souguer de Premier Jean-Claude Juncker huet sech dunn ageschalt, a sech vum Mann den Numm soe gelooss, deen en dann un de Procureur weiderginn huet, fir datt deen dem Mann seng Observatiounen der zoustänneger Untersuchungsriichterin virugi sollt.

Den 22. Februar 2006 huet de Stater Parquet e Communiqué verëffentlecht, an deem e sech op deem Zeie seng Aussoe bezunn huet an ausféierlech duergeluecht huet, datt de Prënz Jean (déi sougenannt Persoun aus dem ëffentleche Liewen) befrot gi wier an en Alibi hätt kënne virbréngen (eng Juegd a Frankräich, op där hien, wat vun anere bestätegt gouf, invitéiert war). Och eng ADN-Prouf war geholl ginn, där hiert Resultat negativ war. D'Conclusioun vum Communiqué war: Il résulte de ce qui précède que l'enquête effectuée permet de conclure que le Prince Jean de Luxembourg n'est pas impliqué dans les attentats à l'explosif d'une façon ou d'une autre.

Dëse Communiqué huet fir eng Kontrovers a Justizkreesser gesuergt. Besonnesch den Affekot Gaston Vogel huet dëst eng Violatioun vum Principe de l'Egalite des citoyens devant la loi pénale genannt.

De 25. November 2007, op engem Sonndegmoien, huet de Procureur d'Etat vum Parquet Lëtzebuerg, Robert Biever, iwwerraschend eng Pressekonferenz ageruff. Op dëser ass e laang op déi eenzel Attentater agaangen, huet fir d'éischt Kéier verschidde Faite bestätegt, wéi z. B., datt et Bréiwer, ënner anerem Erpresserbréiwer vun den Täter gouf. Virun allem awer huet en d'Enquête beschriwwen, an d'Konklusiounen zu deene se komm wier: Datt eng ganz Rëtsch Indizie dorop géifen hiweisen, datt d'Täter, op d'mannst en Deel vun hinnen, an de Forces de l'ordre selwer, méi genee an der Brigade mobile, ze siche wieren.

Nëmme Leit mat zolittem Insiderwëssen hätte kënnen déi ganz Attentatsserie plangen an duerchféieren. Dorop hätt och d'Profil vun den Täter higedeit (ë. a., datt se offensichtlech net un de Suen intresséiert waren, déi an den Erpresserbréiwer gefuerdert goufen). Weider Indizie hu sech aus der Fro Cui prodest - Wiem notzt et? ofleede gelooss: Well villes drop hindeit, datt et bei den Attentater drëm goung, ze demonstréieren, wéi hëllef- a muechtlos d'Uerdnungskräfte wieren, an op politeschen an ëffentlechen Drock hin de Budget fir Gendarmerie a Police an de Joren duerno massiv an d'Luucht goung, soudatt sech hir personell a materiell Situatioun verbessert huet, kéint een unhuelen, datt dat ee vun den Haaptmotiver war. Falluntersuchungen, déi vum däitsche Bundeskriminalamt a vum FBI op Demande vun der Staatsanwaltschaft gemaach gi waren, hunn déi Theesen ënnermauert.

Weider huet de Robert Biever confirméiert, datt zwéi fréier Membere vun der Brigade mobile deen Dag virdru verhéiert an inculpéiert gi waren. Si wieren awer, well keng Gefor bestéing, datt se kéinte fortlafen, nees op fräiem Fouss. Perquisitioune bei deene Persoune wieren och scho virdru gemaach ginn.

De 27. November 2007 goufen déi zwou inculpéiert Persounen, trotz Présomption d'innocence, mam vollem Numm an der éischter Editioun vun der Gratiszeitung Point24 genannt.

De 5. Dezember 2007 huet de Robert Biever virun der juristescher Chamberscommissioun ausgesot, datt en eng Uklo wéinst versichtem Muerd gemaach hätt, dat wéinst der Sprengfal (Boobie trap), déi am Juli 1985 op Aasselscheier geluecht gi war. Ausserdeem huet e vun enger Ausspionéierung vum Ben Geiben, dem fréiere Chef vun der Brigade mobile rapportéiert, déi vun der Gendarmerie a vum Geheimdéngscht gemaach gi wier, ouni datt den Untersuchungsriichter dovu wousst. 

Déi zwou beschëllegt Persounen hunn den 11. Dezember iwwer hiren Affekot Gaston Vogel matdeele gelooss, si géifen déi géint si erhuewe Beschëllegungen ofstreiden.

An engem Bréif vum 24. Januar 2008 un de Justizminister Luc Frieden huet de Procureur d'État Robert Biever seriö Reprochen iwwer d'Net-Anhale vu strofrechtleche Prozedure bei der Observatioun vun engem deemools Verdächtege geäussert. Hie wërft der Groupe d'Observation et de Recherche (GOR), déi am Zesummenhank mat der Bommeleeëraffär op d'Bee gestallt gouf, vir, si hätt 1984 Ermëttlunge gemaach, ouni datt, wéi dat hätt misse sinn, de Procureur doriwwer informéiert gouf, wat de Biever als afin de rester poli on dira que c’est extraordinaire beschriwwen huet. D'Untersuchungsriichterin wier eréischt 2004 fir d'éischt dovu gewuer ginn.

De Justizminister Frieden huet doropshin den 30. Januar 2008 an der Chamber ugekënnegt, de Pierre Reuland, Generaldirekter vun der Police an deemools Chef vun der Brigade mobile de la Gendarmerie, an de Guy Stebens, deemools Commandant adjoint vun der Brigade mobile a Chef vum GOR, well déi noutwenneg Serenitéit vun der Policeaarbecht a Fro gestallt wier, vun hire Funktiounen als Generaldirekter, respektiv Generalsekretär vun der Police, déi se bis dohin haten, z'entbannen.

Den 2. Prozess steet nach aus. Den 12. Juli 2019 huet den Untersuchungsriichter Ernest Nilles néng Persounen, dorënner de Charles Bourg, Aloyse Harpes, Pierre Reuland, Armand Schockweiler a Guy Stebens, déi fréier héich Posten an der Gendarmerie haten, beschëllegt, Mattäter a Komplize vun alle sechs Attentater ze sinn, déi no deem op de Justizpalais, den 19. Oktober 1985, nach gemaach goufen.

Well sou laang d'Auteure vun den Uschléi net bekannt waren, ass d'Figur vum Bommeleeër och literaresch 'verschafft' ginn:

Am Joer 2007 goufen zwou Episode vun der d'Kuerzfilm-Serie De Bommeleeër vun der lëtzebuergescher Filmproduktiounsfirma Pyrrhus Movie productions produzéiert. Et handelt sech ëm eng Slapstick-Komedie déi d'Affär op d'Schëpp hëlt a se mat reelle Faite vun haut an deemools mëscht. D'Serie wëllt d'Aart a Weis a Fro stellen, wéi d'Affär ënnersicht gouf a gëtt. Et si véier Episode virgesinn, déi jeeweils tëscht 6 an 9 Minutten daueren. Parallel leeft d'Produktioun vun engem Kinofilm.

Le 9 novembre 2005 les chaînes de radio et de télévision de RTL ont diffusé dans leurs programmes en langue Luxembourgeoise l'interview d'un témoin anonyme soutenant avoir identifié dans la matinée du 9 novembre 1985, vers 03.30 heures, une personne dans une voiture devant la porte de l'aéroport du Findel près du château d'eau se situant à l'intersection de la route de l'Europe et la route de Trêves. La porte en question se situe à plus de 450 mètres des lieux où des explosions devaient se produire le même 9 novembre peu après 22.00 heures, attentat à l'explosif qui est à attribuer au groupe non identifié à ce jour des  Bommeléerten .
 
Le témoin ajoutait que dans la suite il avait fait l'objet de pressions de la part de personnes se déclarant être membres de la Sûreté Publique pour qu'il ne révèle jamais le nom de la personne qu'il déclarait avoir vu dans la voiture.

Finalement, le témoin déclara dans une interview à RTL du 11 novembre 2005 que Monsieur le Premier Ministre était la seule personne en qui il avait confiance et à qui il confierait le nom de la personne reconnue par lui aux lieu, date et heure indiqués ci-avant. Monsieur le Premier Ministre accepta de rencontrer le témoin le 14 novembre 2005 et lors de cet entretien le témoin affirma avoir vu dans les circonstances prédécrites dans la voiture en question S.A.R. le Prince Jean de Luxembourg.
 
Dans la matinée du 15 novembre 2005 Monsieur le Premier Ministre transmit l'information au Procureur d'Etat, lequel continua l'information par écrit à Madame le juge d'instruction Directeur.

Dès le 15 novembre 2005 Madame le juge d'instruction Directeur confiait aux enquêteurs en charge du dossier la mission de recueillir les déclarations du témoin et de vérifier celles-ci.

Le 9 décembre 2005, S.A.R. le Prince Jean de Luxembourg fut auditionné par la police judiciaire. Selon les déclarations du Prince Jean de Luxembourg, qui a collaboré avec les autorités judiciaires, il se trouvait en France à une chasse dans le Loir et Cher à la date indiquée par le témoin. Pour les journées des 9 et 10 novembre 1985 il produit une copie d'une lettre du 11 novembre 1985 lui adressée à l'époque et qui fait état de cette même chasse. Il produit une attestation testimoniale de la part de l'auteur de la lettre, qui confirme l'authenticité et l'envoi de celle-ci au jour de sa date. Le Prince Jean de Luxembourg verse en outre une attestation testimoniale émanant d'une personne ayant pris part à la dite chasse et confirmant sa présence à cette chasse en date des 9 et 10 novembre 1985. Cette attestation est accompagnée de photos prises à l'occasion de la chasse, le Prince Jean de Luxembourg figurant sur plusieurs de ces photos. Finalement, l'intéressé fait communiquer à Madame le juge d'instruction Directeur l'original du livre de chasse comprenant les inscriptions relatives à la chasse susindiquée ; le Prince Jean de Luxembourg figure parmi les personnes inscrites à la chasse.

Tous les éléments qui précèdent permettent de conclure que le Prince Jean de Luxembourg ne se trouvait pas au Luxembourg en date du 9 novembre 1985, date de l'attentat à l'explosif au Findel.

L'enquête diligentée à la suite des déclarations du témoin a permis de constater qu'en novembre 1985 un enquêteur de la Sûreté Publique avait pris contact avec le témoin et avait recueilli ses informations sous forme d'une note au dossier, il est vrai non signée par le témoin.

Les déclarations actuelles du témoin faites devant les enquêteurs de la police judiciaire et Madame le juge d'instruction Directeur divergent sur certains points de celles actées au dossier en 1985 ; ainsi, la note au dossier ne renseigne pas d'identification de la personne ayant pris place dans la voiture ; la description du physique de cette personne et l'identification et la couleur de la voiture données actuellement divergent des données actées en 1985 ; il y a par ailleurs une incertitude au sujet de l'heure de la constatation des faits par le témoin.

L'enquête a d'autre part permis de constater qu'il existe des divergences entre les déclarations actuelles du témoin et les éléments objectifs du dossier, notamment en ce qui concerne les conditions météorologiques en date du 9 novembre 1985 et les horaires de son travail.

Il reste que le témoin a confirmé devant les enquêteurs du Service de police judiciaire et Madame le juge d'instruction Directeur avoir reconnu le Prince Jean de Luxembourg au cours de la matinée du 9 novembre 1985 près du Findel dans les conditions prédécrites. 
En ce qui concerne les pressions dont le témoin affirme avoir fait l'objet, si de nombreux devoirs d'enquête ont été effectués, ceux-ci n'ont cependant pas permis à ce jour de déterminer ce qui s'est réellement passé ; ce volet de l'enquête est toujours en cours.

Dans le cadre de l'enquête, des vérifications ont par ailleurs été faites en ce qui concerne l'emploi du temps du Prince Jean de Luxembourg au cours des années 1983 à 1986, notamment pour les dates des autres attentats à l'explosif commis au cours des années 1984 à 1986. Si pour un certain nombre de dates, l'intéressé n'est plus en mesure de retracer son emploi du temps en raison de l'écoulement du temps, il a pu être établi que pour d 'autres dates, le Prince Jean de Luxembourg soit se trouvait à l'étranger, soit prenait part à des activités documentées au Luxembourg.

Le Prince Jean de Luxembourg a marqué son accord à ce qu'un prélèvement ADN soit effectué sur sa personne en vue de la comparaison de ce prélèvement avec des traces prélevées dans le cadre des crimes en question. Le résultat de l'expertise ordonnée par Madame le juge d'instruction Directeur est négatif.

Conformément aux critères habituellement appliqués en matière d'appréciation des indices et des témoignages, dans le cadre d'une instruction judiciaire, Madame le juge d'instruction Directeur a décidé, eu égard aux éléments du dossier, de ne pas donner de plus amples suites à cette piste.

Il résulte de ce qui précède que l'enquête effectuée permet de conclure que le Prince Jean de Luxembourg n'est pas impliqué dans les attentats à l'explosif d'une façon ou d'une autre.

Depuis la commission des attentats à l'explosif au cours des années 1984 à 1986, l'instruction pénale destinée à en identifier les auteurs n'a à aucun moment été abandonnée. Il a été et est toujours dans l'intention des autorités judiciaires de mener cette affaire à son terme. Pour ce faire, les autorités judiciaires ont notamment décidé en 2002 de procéder, à l'aide du groupe d'enquêteurs du Service de police judiciaire chargés spécialement de l'enquête des attentats à l'explosif, à une nouvelle analyse de tous les éléments du dossier et d'enquêter sur d'éventuels éléments nouveaux.

Actuellement, l'instruction est toujours en cours.

No der Publikatioun vum Communiqué vum Parquet huet den DNR en Interview mam Maître Gaston Vogel gefouert. RTL huet als Reaktioun op den DNR Interview mam Gaston Vogel dat heiten opgezeechent:




#Article 253: Bommenteppech (Roman) (282 words)


Bommenteppech vum Josy Braun ass e Schlësselroman iwwer d'Bommenuschléi, déi vun 1984 bis 1986 Lëtzebuerg an Otem gehalen haten.

Hierscht 1984: Op der Éisleker Scheedhéicht flitt e Juegdchalet an d'Luucht. Geschwënn duerno gëtt en Hobby-Detektiv aus der Résidence Lorblumm vermësst. Wat d'Land nach net weess: Et ass den Optakt fir eng Serie vu Sprengstoff-Uschléi, an am Ufank gesäit et sou aus, wéi wann déi dichtegst Institutioun vun der nationaler Ekonomie soll getraff ginn: d'Cancoillottes Ardennaises. No an no si sech Regierung, Chamber, Justiz, Sûreté a Service de renseignement awer net méi sou sécher.

Do gëtt et net nëmmen Abréch a Polverdepoten a lénks a riets Explosiounen, do gëtt et iwwerdeems Iwwerfäll op Geldinstituter, do gëtt an Enveloppen an a Wallissen enorm vill Léisegeld transportéiert, dat ni ukënnt, do platzen niewebäi de Poopst an d'Gëlle Fra an den Troublement, do gëtt et verstoppt a manner verstoppt Hiwäiser, an op eemol gëtt och en Numm ronderëm gereecht.

De Kommissär Marius Gallo schreift e Rapport a kritt der op d'Pouten. Hie kniwwelt laang un engem zweete Rapport a bréngt en och un de Mann... laanscht den hierarcheschen Déngschtwee. D'Ländche verschwënnt ënner engem Bommenteppech, an ënner dem Teppech verschwannen d'Bommen.

Am Ufank vum Buch heescht et, d'Geschicht an och d'Persounen, déi dra virkommen, wiere fräi erfonnt. Hätt een awer d'Impressioun, verschidden Evenementer aus dem leschte Joerhonnert géifen deenen am Roman gläichen, da kéint dat nëmmen un der Fantasie vun dësem oder deem Lieser leien, deen d'Gras wuessen an d'Fléi néitschen héiert. Mä dat wier jo net verbueden an och kemgem ze verdenken.

Den Hannergrond ass d'Affär vum Bommeleeër, déi an den 80er Jore fir vill Opreegung zu Lëtzebuerg gesuergt hat, a bis haut net opgekläert ass.




#Article 254: Jean Bernard (Paschtouer) (342 words)


De Jean Louis Joseph Bernard gebuer den 13. August 1907 Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 1. September 1994 och do, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Schrëftsteller a vun 1944 bis 1958 Chefredakter an Editeur vum Luxemburger Wort.

No senger Première (1925) am Kolléisch huet de Jean Bernard zu Léiwen, an um Séminaire zu Lëtzebuerg studéiert a gouf 1933 zum Paschtouer geweit. Duerno huet en en Doktorat an der Philosophie gemaach.

Do donieft louch säin Intressi beim Film: Zanter 1929 huet hie sech an der internationaler kathoulescher Filmaarbecht engagéiert, an 1934 gouf e Generalsekretär vun der internationaler kathoulescher Filmorganisatioun OCIC fir d'Belsch a fir Lëtzebuerg. Als jonke Seminarist hat hien 1932 selwer e Film gedréit, deen awer net fäerdeg gouf: Mat Läif a Séil am Seminaire.

De 6. Januar 1941 gouf de Jean Bernard vun der Gestapo verhaft an den 19. Mee an d'Konzentratiounslager Dachau bruecht. Am Februar 1942 krut hien iwwerraschend 9 Deeg Congé vum KZ. A sengen Erënnerunge steet wéineg doriwwer; de Bernard freet sech doran, ob de Grond dora louch, datt 6 Paschtéier sollte 'gelackelt' ginn, sech ëffentlech den Nazien z'ënnerwerfen. Hie schreift: Das wäre ein Propagandaerfolg. Sechs Luxemburger Geistliche kehren 'umgeschult' aus Dachau zurück! War das die Erklärung für meinen unerhörten Urlaub? Well de Jean Bernard refuséiert hat ze collaboréieren, huet e missen hannescht op Dachau. De 5. August 1942 ass en definitiv fräigelooss ginn.

Bis am September 1944, wéi Lëtzebuerg befreit gouf, huet de Jean Bernard zréckgezunn an engem Klouschter gelieft. Duerno gouf en zum Chefredakter an Editeur vum Wort ernannt.

De Jean Bernard war vun 1947 bis 1972 President vum OCIC (haut: SIGNIS,. Hie gouf 1955 zum Éierendoumhär vun der Kathedral zu Lëtzebuerg ernannt. 1958 huet hie seng Aarbecht als Editeur wéinst gesondheetleche Problemer opginn, mä weider an der Redaktioun geschafft.

Hie war Conseiller vun der peepstlecher Kommissioun fir Film, Radio an Televisioun; fir dat Zweet Vatikanescht Konzil war e Member vum Aarbechtssekretariat fir Press, Film, Radio an Televisioun an e war President vun der Kommissioun fir déi verfollegt Kierch bannent der Konferenz vun den Internationale Kathouleschen Organisatiounen.




#Article 255: Codex Aureus Escorialensis (135 words)


De Codex Aureus Escorialensis, och Speyerer Evangeliar, gouf am 11. Joerhonnert am Benediktinerklouschter vun der Iechternacher Abtei geschriwwen a gemoolt. En ass haut an der Real Biblioteca de San Lorenzo de El Escorial ze bewonneren.

D'Gëllen Evangeliebuch aus El Escorial, ee vun deene schéinste Codices aus der karolengescher Zäit gouf fir den Heinrich III. vu Lëtzebuerg gemaach. E besteet aus 340 Säiten an enthält eng Sammlung vun de véier Evangelien. Wéi säin Numm et seet (aureus = gëllen) si grouss Partien aus rengem Gold geschriwwen.

Den Text vun den Evangelien ass op zwou Kolonne verdeelt. D'Schrëft ass zimmlech grouss a ganz harmonesch, ouni siichtbar Korrekturen. De Codex zeechent sech aus duerch e ganze Koup Rummen an Dekoratiounen. Am schéinst sinn déi Säiten, op deenen d'Evangelisten ze gesi sinn, an déi éischt Wierder vun hiren Evangelien.




#Article 256: Klaipėda (380 words)


Klaipėda ass deen eenzege Mierhafe vu Litauen um Baltesche Mier. E läit am historesche Memelland ronn 120 km nordëstlech vu Kaliningrad (Königsberg) an 290 km nordwestlech vun der Haaptstad Vilnius ewech. D'Stad ass och ënner hirem historeschen Numm Memel bekannt.

Baltesch Stämm hunn am 13. Joerhonnert d'Buerg Klaipėda gegrënnt. Well dëst Gebitt tëscht de Lännereie vum Däitschen Uerden a vum Schwäertbridderuerde louch, goufen d'Stad an d'Buerg 1252 vum Däitschen Uerden eruewert an als Memel vum Schwertbridderuerden iwwerholl. Obwuel dës strategesch wichteg Buerg geséchert gouf, war keen Enn vun de Konflikter ofzegesinn. Dat louch awer och dodrun, datt den Uerde versicht huet, Litauen ze christianiséieren a politesch ënner Kontroll ze kréien. Doropshi koum et zu Ugrëffer vun de Kuren, den Aukstaiten an den Zemaiten.

Duerch d'permanent Bedreeë vun den Uerden hu sech déi ostbaltesch Stämm ënner dem Fürst Gediminas 1323 zu engem éischte litauesche Räich zesummegedoen. An de follgende Jore kënnt et ëmmer erëm zu Ausernanersetzunge mat de Stied a Länner ronderëm (Litauen, Danzeg, Polen, Königsberg, Elbing) an d'Stad gouf méi wéi eng Kéier geplëmmt oder néiergebrannt (1379, 1409, 1456, 1459, 1464, 1520).

Zanter dem Fridde vu Melno-See (1422) wou beschloss gëtt datt Memel dem Däitschen Uerde gehéiert, kënnt d'Land emol erëm zur Rou. D'Grenz tëscht Preisen a Litauen war eng vun de wéinege Grenzen, déi iwwer laang Zäit (bis 1923) onverännert blouf.

Am Joer 1475 kritt Memel d'Kulmer Stadrecht a gouf domat eng preisesch Landstad. 1525 goufen d'Awunner duerch d'Reformatioun mam Albrecht vu Brandenburg-Preussen protestantesch. Wirtschaftlech goung et fir d'Stad biergop, déi nom Drëssegjärege Krich schweedesch gëtt. Am Nërdleche Krich gouf Memel 1678 vun de Schweden néiergebrannt. Am Siwejärege Krich gouf Memel vun 1756-1762 vun de Russe besat.

Nom Éischte Weltkrich fält Memel mam Versailler Vertrag un d'Fransousen. Allerdéngs gëtt d'Géigend 1923 vu Litauen ugegraff an d'Fransouse verzéie sech. Den 22. Mäerz 1939 gëtt Memel vum Reich ageholl bis d'Rout Arméi d'Stad 1945 erëm zréckeruewert. Do gouf Memel dann och a Klaipėda ëmbenannt.

Bis zum Enn vum Zweete Weltkrich hunn do vill Däitscher gewunnt, hautdesdaags ass Klaipėda de Schwéierpunkt vun der russescher Minoritéit a Litauen. Déi gréisst Bevëlkerungsgrupp sinn awer nach ëmmer d'Litauer.

Klaipėda huet eng schéin Alstad mat Fachwierkhaiser. D'Landmaark vun der Stad ass d'Simon Dach-Monument mam Ännchen vun Tharau op der Theaterplaz. Ausserdeem gëtt et zwee historesch Postgebaier.




#Article 257: Georges Hausemer (349 words)


De Georges Hausemer, gebuer den 1. Februar 1957 zu Déifferdeng a gestuerwen den 13. August 2018 war e fräie Schrëftsteller, Iwwersetzer, Zeechner an Editeur.

Zu Déifferdeng gebuer, ass de Georges Hausemer zu Stengefort, Péiteng, Waasserbëlleg, Mäertert an Hoen opgewuess. Hien huet zu Salzburg a Mainz Publizistik a Romanistik studéiert. Zanter 1984 huet hien als fräie Schrëftsteller, Iwwersetzer, Verlagsmataarbechter an Zeechner zu Esch/Uelzecht gelieft.

Hien hat länger Openthalter an den USA (International Writing Program, Iowa, 1988), a Spuenien an zu Berlin an huet zanter 1995 Reesen an Asien (Thailand, Indien, Nepal, China), Afrika (Senegal, Mali, Burkina Faso, Niger), USA, Mëttel- a Südamerika gemaach.

Hie war 1986 Grënnungsmember a bis 1991 Sekretär vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV).

Seng Biller huet hien zanter 1992 e puermol am Salon du CAL an am Konschthaus Beim Engel ausgestallt.

De Georges Hausemer huet am Summer 2012 zesumme mam Susanne Jaspers de lëtzebuergesche Verlag Capybara Books gegrënnt.

De Georges Hausemer gouf fir säi Wierk als Auteur an Iwwersetzer mat verschiddenen nationalen an auslännesche Präisser, Boursen a Stipendien ausgezeechent, z. B. e puermol beim Nationale Literaturconcours (fir Romaner, Kuerzgeschichten, Reesgeschichten, Gedichter).

De Georges Hausemer huet zanter 1982 Romaner, Erzielungen, Kuerzgeschichten, Gedichter an Iwwersetzungen (aus dem Franséischen, Engleschen a Spueneschen) publizéiert. Donieft huet hien Texter an Zeitungen, Zäitschrëften an Anthologien; zanter 1995 och Reesreportagen an nationalen an internationalen Zeitungen (Frankfurter Allgemeine Zeitung, Frankfurter Rundschau, Süddeutsche Zeitung, Neue Zürcher Zeitung, Der Standard, Telecran, etc.) geschriwwen. Hien ass den Auteur vum Luxemburger Lexikon (2006).

Aus dem Franséischen (zesumme mat der Gabrielle Seil):

Aus dem Englischen:

Aus dem Lëtzebuergeschen (zesumme mam Roger Manderscheid):

Iwwer Waasser ass den éischte Lëtzebuerger Roman, an deem ech bis elo Lëtzebuerg wierklech erëmkannt hun. An amplaz elo selwer a spéitréimesch Zeremonien ze verfalen, gënne mer eis léiwer eng ganz kleng Passage aus engem grousse Buch: 

Wann's d'eppes kanns! 

Immer vertieft er seine Beobachtungen und Erfahrungen durch Rückgriffe auf historische, politische und kulturelle Hintergründe. Schließlich entspricht seiner neugierigen, sinnlichen, weltoffenen Mentalität eine klar informierende, kraftvolle, eigenwillige, leidenschaftlich die Umwelt erhellende Sprache; sie bleibt stets auf der Höhe ihres Gegenstandes. Als versierter Autor hat er den Reportagestil im Griff.




#Article 258: Claude Turmes (193 words)


De Claude Turmes, gebuer de 26. November 1960 zu Dikrech, ass e lëtzebuergesche Politiker (déi gréng). Hien ass zanter dem 5. Dezember 2018 Minister fir Landesplanung a fir Energie an der Regierung Bettel-Schneider-Braz. Virdru war hien 19 Joer laang, vun 1999 bis 2018 Deputéierten am Europäesche Parlament.

No sengem Lycée huet hien 1983 eng Licence a Sporterzéiung zu Louvain-la-Neuve gemaach an ass 1986 Sportsprofesser ginn.

Zanter 1989 ass en am Mouvement écologique aktiv. Tëscht 1995 an 1997 war hie Sekretär vu Friends of the Earth Europe, enger Daachorganisatioun vun Ëmweltorganisatiounen. Säi Schwéierpunktthema ass d'Energiepolitik. Sou war en tëscht 1995 an 1997 Vizepresident vun EUFORES, enger NRO, déi sech fir erneierbar Energien an Europa asetzt. Hie war och zäitweileg President vun der Energiekommissioun vun der Stad Esch-Uelzecht.

Dem 20. Juni 2018 gouf hien zum Staatssekretär am Ëmweltministère an der Regierung Bettel-Schneider ernannt, wou en de stënterlech verstuerwene Camille Gira ersat huet.

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien, als Kandidat fir déi Gréng am Walbezierk Norden, an d'Chamber gewielt.
Hien huet op dat Mandat verzicht, a gouf de 5. Dezember 2018 als Minister fir Landesplanung an Energie an der Regierung Bettel-Schneider-Braz vereedegt.




#Article 259: Jean Spautz (201 words)


De Jean Spautz, gebuer den 9. September 1930 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.

De Jean Spautz war Aarbechter um Walzwierk op der Arbed. Hien huet sech fréi politesch engagéiert. Vun 1954 bis 1958 war hie President vun der JOC a vun 1960 bis 1966 President vun der Jugendsektioun vun der CSV. Vun dëser Partei war hien och vun 1982 bis 1990 President. President vum LCGB war hie vun 1967 bis 1980.

De Jean Spautz war tëscht 1964 an 1980 Member vum Schëfflenger Gemengerot an zousätzlech tëscht 1975 an 1980 Schäffen.

Vun 1959 bis 1980 war hien Deputéierten an der Chamber. 1979-1980 war en hire Vizepresident a vun 1995 bis 2004 hire President.

Vun 1980 bis 1989 war hien Inneminister, Minister fir Famill, Soziale Wunnengsbau a sozial Solidaritéit an der Regierung Werner-Thorn-Flesch a Santer-Poos I. Vun 1989 bis 1995 war hien Inneminister a Minister fir Wunnengsbau an Urbanismus an der Regierung Santer-Poos II an III.

Vun 1979 bis 1980, an dann nees vun 2004 bis 2009, war hien Deputéierte vum Europäesche Parlament. Hie war och Member vun der Assemblée consultatice vum Europarot a vun der Westeuropäescher Unioun (1968-1979).

De Jean Spautz ass de Papp vum Monique a Marc Spautz.




#Article 260: Lydie Polfer (160 words)


DLydie Catherine Polfer gebuer den 22. November 1952 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch DP-Politikerin. Si ass zanter 2013 Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg (fir d'éischt 1982 bis 1999) an zanter 2009 Deputéiert an der Chamber (fir d'éischt 1979 bis 1984).

Tëscht 1982 an 1999 war d'Lydie Polfer Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, wou si d'Nofolleg vun hirem Papp dem Camille Polfer gemaach huet.

Vum August 1999 bis Juli 2004 war si Vizepremièreministesch, Ausseministesch a Ministesch fir Verwaltung a Verwaltungsreform an der Regierung Juncker-Polfer.

Vun 2004 bis 2009 war si nees Member vum Europäesche Parlament.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009, deene vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018 gouf si all Kéier an d'Chamber erëmgewielt.

De 17. Dezember 2013 gouf si op en Neits als Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg vereedegt, nodeem de Xavier Bettel Premierminister an der Regierung Bettel-Schneider gi war.

D'Lydie Polfer huet eng erwuessen Duechter a wunnt an der Stad Lëtzebuerg.

 




#Article 261: Jhemp Hoscheit (663 words)


De Jhemp Hoscheit, gebuer den 20. September 1951 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Hie war Generalsekretär vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, dem LSV a Franséischprofesser am Escher Jongelycée.

De Jhemp Hoscheit ass de Papp vum Ben Hoscheit.

MENFP; Chambre des Métiers Luxembourg; Programme communautaire européen Leonardo da Vinci / Lingua

Bëschzeck, 1980

Bëschzeck, 1981

Bëschzeck, 1982

Tutti Frutti
Bëschzeck, 1983

Tournéesprogramm mam Jemp Schuster, 1985

J(h)emp2 (Texter: Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster. Mam Jhemp Hoscheit, Jemp Schuster. Musek: Jerry Philipps. Première an der Escher Theaterstiffchen 16.4.1986

Schülercabaret mat Texter vum Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster, Opgefouert vum FadS-Theater aus dem LT Esch; Première am Escher Theater 16.5.1987

J(h)emp2 (Texter: Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster.) Mam Mady Durrer, Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster. Musek: Balli Baldauff. Première an der Escher Theaterstiffchen: 11.10.1988

J(h)emp 2 (Texter: Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster) Mam Mady Durrer, Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster. Musek: Jos Schartz a Jerry Philipps. Première am Dierfgen:: 9.10.1990

J(h)emp 2 (Texter: Jhemp Hoscheit. Mam Jhemp Hoscheit a Jemp Schuster.) Première an der Theaterstiffche vum Escher Theater: 16.3.1993

(1982)

Eng Coproductioun Escher Theater/Schoulcommissioun/Pësperkëscht. Première am Escher Theater: 18.12.1987 BNL

e Kasperlstéck fir d'Sécurité Routière. Opgefouert vun der Brigade volante vun der Gendarmerie grand-ducale (uechtert d'Land 1995/1996/1997)

opgefouert am Théâtre des Capucins, Luxembourg 26. 11. 2000

(Concours fir Kannertheater, Gemeng Lëtzebuerg 1999) BNL + CNL

(Concours littéraire national 2002 fir Kannertheater) BNL+CNL

Mentioun beim Concours littéraire national 1980. Iwwerdroen op RTL (26.12.1983 - Leedung: Frank Hoffmann; Produktioun: Pol Kieffer; Musek: René Nuss. Mam Steve Karier, Christian Kmiotek a Rita Weiler). Publizéiert an der 'Galerie' 3 (1985) No 1 vum CCDifferdange

Mentioun beim Concours littéraire national fir Radiospiller 1994

(1994)

Mention spéciale beim Concours littéraire national 1999 fir Radiosstécker

Schülertheater: opgefouert vum FadS-Theater aus dem LT Esch (1984)

Schülertheater: opgefouert vum FadS-Theater aus dem LT Esch (1985)

opgefouert am Kader vu 'Kuerz gesot op Lëtzebuergesch' (Kuerz Theaterstécker vu Pol Greisch, Nico Helminger, Jhemp Hoscheit) Produktioun TOL, am Sall vum TOL 1986

e Kaméidistéck. Opgefouert vun der Escher Liewensfrou am Escher Theater (1991 )

Vu Buergen, Kamellen a Komplizen

E Stéck aus dem Minett, 1991

(sélectionéiert fir de Stückemarkt­Texte am Centre National de Littérature, Mäerz 1998; organiséiert vum Théâtre National du Luxembourg) BNL + CNL

Theatergrupp LTMA Péiténg (Première 16.5.1997 Lamadelaine) BNL

Concours 'Freed um Liesen', 1997

En Theaterstéck fir déi Jonk iwwer d'Welt vun de Reklammen; opgefouert vun der Theatergrupp LTMA Péiteng (Première 23. 5. 1998 Lamadelaine) BNL

opgefouert vun der Escher Liewensfrou am Escher Theater (Première: 9. 2. 2000)
opgefouert vun der Ettelbrécker Theatergroupe 'Rido op', 2002

sélectionéiert fir den 2. Stückemarkt 2000 am Centre National de Littérature / Mersch, organiséiert vum Théâtre National de Luxembourg

(2002) BNL + CNL

opgefouert vun der Ettelbrécker Theatergroupe 'Rido op', 2003

(Abléck an Aeblécker vun New York/ Manhattan 2. ­ 6. 12. 1995)

(publié ds.: 'Wenn Erinnerungen schwimmen könnenŠ' (Éditions Phi - cf. Anthologien)

Prix d'encouragement beim Concours littéraire national 1986 fir Kuerzromaner
in: Galerie 5 (1987) No 3

Prix Concours littéraire national 1989 fir Geschichte fir Kanner vun 8-13 Joer;
voir: Anthologie 'Literaturpräis 1989 fir Kannergeschichten'

Präisser beim Concours fir 'littérature enfantine' MEN/MAC 1991

Mentioun beim Concours littéraire national 1995 fir Kuerzgeschichten
in: Galerie 14 (1996) No 2

Mentioun beim Concours littéraire national 1995 fir Kuerzgeschichten
(in: 'Plogeeschter' cf. Publikatiounen)

(Gréngespoun 25. 2. 2000)

Almanach vum Joerhonnert, Éditions Guy Binsfeld, Luxembourg 1999

Ried geschriwwe fir den Escher Zufunftsatelier 'Urban Vision' a gehale vum Steve Karier
(30. 6. 2000)

voir: Anthologies

Concours: Liberté de Conscience 2000 (non primé)

Artikel fir d'Revue (2001)

Mention spéciale beim Concours littéraire national fir Kuerzgeschichten 2003 CNL

Text fir d'Anthologie , déi d'Walfer Gemeng fir déi Walfer Bicherdeeg 2003 bei den Éditions Guy Binsfeld publizéiere léisst
voir: Anthologies

mam Gust Müller, Anne Jungblut: Lëtzebuerg 17.1.1989

Concours littéraire national pour essais littéraires 1998

Concours littéraire national pour essais littéraires 1998
série d'articles publiés dans Lëtzebuerger Land: 23.7., 30.7., 6.8.,13.8., 20.8., 27.8. 1999)

(Concours: Fonds national de soutien à la production audiovisuelle 2001)

(Text: Jhemp Hoscheit); 2003




#Article 262: Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch (158 words)


Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch ass en Duerf op der Insel Anglesey an der Grofschaft mam selwechten Numm am Nordweste vu Wales.

Jorelaang hat déi kleng Uertschaft mat eppes méi wéi 1000 Awunner dee längsten Uertsnumm vun der Welt, bis eng aner Uertschaft dee Rekord den 19. Juli 2004 gebrach huet. Et ass dat Llanhyfryddawelllehynafolybarcudprindanfygythiadtrienusyrhafnauole .

Mat sou engem Numm, ass Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch zu der bekanntster Uertschaft a Wales ginn, wat natierlech vill Touristen ugezunn huet. Um Quai vun der restauréierter viktorianescher Gare steet dat laangt Schëld, virun deem sech Touristen opstelle fir op d'Foto ze kommen.

Meeschtens gëtt den Duerfnumm als Llanfair P. G., Llanfairpwll oder Llanfairpwllgwyngyll ernimmt. Den Numm kënnt aus der Walisescher Sprooch a bedeit: Mariekiirch an enger Kaul bei wäissen Hieselter no bei engem séieren Trëndel an der Géigend vun der Thysiliokiirch, déi net wäit ewech ass vun enger rouder Hiel.

Den Domainnumm vu Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch ass de längste vun der Welt, well Domains maximal 63 Buschtawen (+com) däerfen hunn.




#Article 263: Schluecht vu Saint-Quentin (285 words)


DSchluecht vu Saint-Quentin war den 10. August 1557.

Zanter Oktober 1556 hunn d'Spannungen an Italie géint d'Spuenier erëm zougeholl. Den Duc François de Guise huet d'Campagne dirigéiert. D'Spuenier hunn dovu profitéiert, datt déi franséisch Arméi wäit ewech ass, an um Ufank vum Summer 1557 starte si eng Offensiv an der Picardie.

Den Duc vun der Savoie Emmanuel-Philibert belagert Saint-Quentin, wat schlecht befestegt ass. De Coligny, deen sech an der Stad mat e puer Truppen ophält, versicht dat bescht aus der Situatioun ze maachen, an et gëtt och versicht hien do erauszehuelen.

De Connétable Anne de Montmorency, deen d'kinneklech Arméi leet, marschéiert iwwer d'Somme a versicht d'Arméi duerch d'Supp an d'Stad eranzekréien. Well alles zimmlech an der Hetz geschitt, kommen eng knapps 500 Männer ënner dem d'Andelot eran. Duerno wollt de Connétable sech bei Dag zréckzéien, mä duerch seng vill Bagage goung dat ganz lues iwwer d'Bühn, wouvun den Emmanuel-Philibert profitéiert. Well hie méi Männer zur Verfügung huet, fänkt hien eng Schluecht un.

De Connétable hat emol keng Zäit seng Truppe richteg ze uerdnen an et kënnt zu engem Desaster fir d'Fransousen. De Connétable gëtt Prisonéier geholl, genee wéi ee vu senge Bouwen, den Duc vu Montpensier, den Duc vu Longueville, de Louis de Gonzague, zéng Ritter vum Uerden vu Saint-Michel, an 300 Gentilhommes. D'Spuenier am Géigesaz dozou hate nëmme kleng Perten.

Mä d'Spuenier konnte vun hirem Succès net profitéieren. Si sinn zu Saint-Quentin bliwwen, wou de Philippe II. de 27. August antrëfft, an de Coligny gëtt Prisonéier geholl. Duerch dëse Retard konnt Paräis eng nei Arméi opbauen a Saint-Quentin gëtt 1559 erëm franséisch. D'Prisonéier hu vill Suë misse bezuelen an den Desaster vu Saint-Quentin huet de Montmorency fir eng Zäit vun der politescher Bün ewechgeholl.




#Article 264: Nic Weber (172 words)


Den Nic Weber, gebuer de 6. Juni 1926 zu Bruechtebaach a gestuerwen den 11. September 2013 zu Bäreldeng, war e lëtzebuergesche Journalist, Publizist a Schrëftsteller.

Den Nic Weber ass an enger Famill mat véier Kanner opgewuess. No de Kannerjoren a sengem Heemechtsduerf ass hien an den Iechternacher Kolléisch gaangen:

Duerno koum den Zweete Weltkrich. Den Nic Weber koum nom Studentestreik vun 1942 an en Erzéiungslager op d'Buerg Stahleck, duerno bei d'Flak op Esch-Uelzecht an dunn zréck a säin Duerf, dat an der Ardennenoffensiv vill ze leiden hat.

Vun 1947 bis 1953 huet den Nic Weber zu Paräis aalt Däitsch an aalt Englesch studéiert. No der Sorbonne, der Haute école de journalisme, der École supérieure des affaires sociales, Études internationales koum d' École du Louvre. 1950 koum hien zu Paräis als Redakter bei d'United Press.

Vun 1988 u war den Nic Weber Editeur vun der neier Serie vun der kultureller Zäitschrëft Les Cahiers luxembourgeois.

Den Nic Weber huet sech 1951 mat der Miep H. E. Roselle bestuet an ass Papp vun zwee Kanner.




#Article 265: Europäesch Direktiv (142 words)


Eng Europäesch Direktiv (de: Richtlinie) ass en europäescht Gesetz, dat vum europäesche Legislateur, d. h. dem Conseil vun der Europäescher Unioun, meeschtens zesumme mam Europäesche Parlament decidéiert ginn ass.

Si verflicht déi Länner un déi se geriicht ass (also meeschtens alle 27), e bestëmmtent Zil, dat dora festgehalen ass, bannent enger bestëmmter Zäit z'erreechen. Wéi se dëst Zil erreeche sollen, (z. B. duerch nei oder geännert national Gesetzer, oder och soss Mesuren) ass de Memberstaaten iwwerlooss.

Et ass eng vun de Rolle vun der Europäescher Kommissioun, dorop opzepassen, datt d'Memberlänner d'Direktive richteg an zur Zäit transposéieren (also inhaltlech erfëllen). Wann dat net de Fall ass, ka s'eng Plainte virum Europäesche Geriichtshaff maachen.

Ausserdeem kann eng Eenzelpersoun oder eng Entreprise hire Staat verkloen, wann hinnen, well hien ze spéit eng Direktiv ëmgesat huet, Schued entstanen ass.

Eng Direktiv ass z'ënnerscheede vun engem Reglement.




#Article 266: Internetforum (180 words)


En Internetforum ass eng Web Applikatioun op enger Websäit, déi et senge
Benotzer erméiglecht, fir mateneen ze kommunikéieren. Et ass eng Alternativ zu scho méi eelere Systemer wéi Usenet oder Mailinglëschten.
Am Géigesaz zum Chat ginn déi geschriwwe Bäiträg net an engem Lach vu Logdateien ënner, mä se bleiwe gespäichert a kënne vu all berechtegte Benotzer (User) resp. Gaascht (Guest) gelies ginn.

Déi verschidden Nimm fir Internetforume sinn:

An der Reegel huet sou een Internetforum e bestëmmt Theema an ass an der Struktur a Kategorië resp. an Ënnerkategorien opgegliddert.

Bannent de Kategorië kann de Benotzer dann en Theema (Topic, Thread) wat e wëllt opmaachen, deem en natierlech och een Titel (Iwwerschrëft) gëtt. Doropshi kënnen aner Benotzer dann äntwerten (reply) an de Threadstarter kann dat selbstverständlech och. Déi eenzel Bäiträg an engem Internetforum nennt een och nach postings (pl. Bäitrag) oder replies (pl.: Äntwert)

Ofhängeg vun der Foresoftware an hirer Konfiguratioun gëtt et verschidde Méiglechkeete fir den Inhalt vun engem Theema unzeweisen:

En Internetforum ass generell hierarchech organiséiert an an all gréisserem Internetforum gëtt et op d'mannst dës Zorte vu Benotzer:




#Article 267: Josy Braun (627 words)


De Josy Braun, gebuer de 14. Januar 1938 zu Lëtzebuerg an do gestuerwen den 3. August 2012, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

No der Primärschoul zu Biwer huet e seng Humanités gréco-latines an der Belsch, an der École Apostolique vu Clairefontaine gemaach. Duerno Diktioun an Art dramatique zu Lëtzebuerg. Vun 1960 bis 1972 war hie Gewerkschaftssekretär [watereng Gewerkschaft], a vun 1972 bis 1991 Journalist. Duerno huet hien als fräie Schrëftsteller geschafft.

De Josy Braun huet Prosa, Lyrik, Theater, Cabaret, Radio-Spiller, Kannertheater a Kannerbicher op Lëtzebuergesch an och op Däitsch geschriwwen. En Deel vu senge Wierker goufen op Däitsch, Franséisch, Englesch, Italieenesch, Portugisesch a Russesch iwwersat.

De Josy Braun war:

Hie gouf e puermol am Kader vum Nationale Literaturconcours ausgezeechent, a krut d'Sëlwerplackett vun der Actioun Lëtzebuergesch.

Deen éischte Kriminalroman a Lëtzebuerger Sprooch, deen 1997 bei den Éditions PHI erauskoum, war laang vergraff. 2006 ass e bei den Éditions Josy Braun nees nei erauskomm.

Bannent kuerzer Zäit stierwe sechs Leit u vergëftem Porto. Wann d'Sûreté mengt, et hätt een et op d'Affekoten ofgesinn, da gëtt déi Theorie doduerch op d'Kopp gehäit, datt et och ganz aner Persounen erwëscht.

Iwwersat vum Luis Gonçalves-Bandeira an iwwerschafft vum Forum Portugal-Lëtzebuerg zu Lissabon, gouf dës lëtzebuergesch-portugisesch Geschicht vum Verlag Campo das letras vu Porto am Abrëll 2007 erausbruecht. E gouf den 3. Abrëll 2007 an der Portoskellerei Ferreira zu Vila Nova de Gaia, an de 4. Abrëll 2007 am Grémio literario zu Lissabon virgestallt.
 
Zu Lëtzebuerg war déi offiziell Virstellung de 4. Juli, am Moment, wéi Portugal d'EU-Presidence iwwerholl huet.

Dëse Roman spillt an engem klengen Duerf. D'Haaptpersoune sinn en ale Mann an e klenge Jong, déi sech eleng derduerch schloen. Mat engem Ziedel, deen dem Tolly aus engem vergiessene Buch entgéintfält, gëtt e vergaangent halleft Joerhonnert nees waakreg. Kréiwénkel ass e verdreemte Roman an zugläich eng Geschicht, déi een an Otem hält. 
Éditions PHI

Et si Kuerzgeschichten op Däitsch, iwwer Leit, déi op der Schietsäit vum Liewe stinn. 
Éditions PHI

Klenge Roman op Däitsch, op der Basis vun enger wouerer Geschicht. E jonke kriibskranke Museker huet en ausgefalene leschte Wonsch, a seng Kolleegen aus der Band verspriechen him, dee Wonsch z’erfëllen.

Vergraff: 

An deem Buch geet et net nëmmen ëm dem Charly seng grouss Oueren, déi engem Puppelchen d'Liewe retten, mä och ëm den Tinnchen an säin Täschemesser, ëm de Patrick, deen nuets an engem Auto agespaart ass, ëm den Teddy, deen dem Papp Ieselsbrécke baut, ëm dräi Kazen, ëm e Papp dee mengt, hie wier eng Respektspersoun, ëm en onheemleche Strummert, ëm dem Professer Kueb seng Strofen, ëm e verréckte Sylvestermenü asw. 
Éditions PHI

A 75 Gedichter gëtt d'Geschicht vun den Zwillingen Zëss a John erzielt. De John ass kee ganz schéinen, mä schonn als klenge Bouf staark wéi en Uess. D'Zëss mat de rouden Hoer ass eng léif kleng Maus, mä heiansdo eng richteg Zatz, dat mat de Geeschter vun der Buerg, mat den Eilen a mat de Kuebe schwätzt an dat och zaubere kann. 
Éditions PHI

Déi Gedichter riichte sech u Kanner vu 5 bis 12 Joer. D'Buch huet, soubal wéi et eraus war, seng Prouf bei de Kanner bestanen. D'Léierpersonal schafft an de Schoulen domat, e puer vun de Gedichter stinn och am Schoulbuch fir d'3. an d'4. Schouljoer Lies a fléi. 
Éditions PHI

Dës Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Antoine de Saint-Exupéry sengem Buch «Le Petit Prince» koum 1994, 50 Joer nom Auteur sengem Doud, eraus. 
Éditions PHI

D'Numia ass e Weesekand a kënnt aus engem Land, dat wäit ewech vu Lëtzebuerg läit: Fantamira. D'Kanner vu Juckebuerg hunn dat brongt krauselegt Meedchen immens gär, mä e puer grouss Leit fannen, datt d'Numia besser do wier, wou de Peffer wiisst... E Märchen, an deem et besonnesch ëm d'Léift zu alle Mënschen an ëm de Respekt virun der Ëmwelt geet.




#Article 268: Désirée Nosbusch (353 words)


DDésirée Nosbusch, gebuer de 14. Januar 1965 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin, Televisiounspresentatrice, Filmregisseurin a -Produzentin.

D'Désirée Nosbusch huet hir Carrière mat nëmmen 12 Joer beim däitschsproochege Radiosprogramm vun RTL ugefaangen. Do huet se Kannersendunge komoderéiert, mä geschwë krut se eng eege Sendung (Hits von der Schulbank). Op der däitscher Televisioun huet se zesumme mam Anke Engelke eng Kannersendung an der ARD moderéiert, an am ZDF krut se geschwënn hir eegen Emissioun (Musicbox, Hits mit Désirée).

Mat 16 Joer huet d'Désirée Nosbusch hiren éischte Film (Nach Mitternacht), a gläich drop en zweeten (Der Fan) gedréit, dee fir Opreegung suergt, well de weiblechen Haaptpersonnage e Popstar, deen en unhimmelt, wuertwiertlech zum Friesse gär huet. Gläichzäiteg huet se fir Zodi an der deemools nach biderer däitscher Televisiounslandschaft gesuergt, well se sech an enger Sendung mam Bayeresche Ministerpresident Franz-Josef Strauss an d'Hoer kritt hat, an dofir mat Protestbréiwer zougeschott gouf.

Kuerz drop goung d'Désirée Nosbusch op New York an eng Schauspillschoul. 1984 koum si hannescht op Lëtzebuerg, fir do 1984 den 29. Grand Prix Eurovision de la Chanson ze moderéieren.

An de Joren duerno pendelt se tëscht Europa an Amerika hin an hir. Se spillt reegelméisseg a Filmer (Kino an Televisioun) mat (dorënner e puer vum Andy Bausch) a moderéiert, virun allem op der däitscher Tëlee, Galaen a Variétésendungen. Fir d'éischt op der Theaterbühn war se 2006 bei de Ruhrfestspiller zu Recklinghausen, wou se d'Katherina am William Shakespeare sengem Kaméidistéck Der Widerspenstigen Zähmung ënner der Intendanz vum Frank Hoffmann gespillt huet.

Am Abrëll 2017 huet se beim däitsche Fernseesender VOX d'Moderatioun vun der Talkshow The Story of my Life iwwerholl, woubäi jeeweils eng prominent Koppel domat konfrontéiert gëtt, wéi se am héijen Alter géifen ausgesinn a wou dann iwwer d'Algi geschwat gëtt.

D'Désirée Nosbusch war vun 1991 bis 2002 mam éisträichesche Filmkomponist Harald Kloser bestuet, mat deem se zwee Kanner (Luka Teresa-Gerda an Noah Lennon) huet. Vun 2005 bis 2013 war si mam däitsch-tierkesche Schauspiller Mehmet Kurtuluş zesummen. D'Koppel huet sech 2013 getrennt. D'Nosbusch ass den 8. September 2018 mam däitsche Kameramann Tom Bierbaumer bestuet ginn.

Si lieft haaptsächlech zu Berlin an zu Los Angeles.




#Article 269: Kurt Schumacher (4699 words)


De Kurt Schumacher gebuer den 13. Oktober 1895 zu Culm a Westpreisen, haut a Polen, a gestuerwen den 20. August 1952 zu Bonn, war en däitsche Politiker.

Hie war Parteipresident vun der SPD vun 1946 bis 1952 an SPD-Fraktiounspresident am éischten Däitsche Bundestag vun 1949 bis 1952.

De Kurt Schumacher huet an der Zäit vun 1945 bis 1949 den Toun uginn wéi et dorëm gaangen ass d'SPD a Westdäitschland erëm opzebauen. An den éischte Jore vun der Bundesrepublik war de Schumacher de grousse politesche Géigespiller vum Konrad Adenauer. Och wann dem Schumacher seng politesch Virstellungen op laang Siicht zum gréissten Deel en Echec waren, gehéiert hien dach zu deene Leit, déi Gründerväter vun der Bundesrepublik Däitschland genannt ginn.

No senger Promotioun stellt de Schumacher säi ganzt Liewen aktiv an den Déngscht vun der SPD. Virun 1933 ass hie fir d'éischt mol Redakter an enger Parteizeitung, duerno Deputéierten am Landtag a kuerz drop och am Reichstag. De gréissten Deel vun der Nationalsozialismuszäit muss hien am KZ verbréngen. No 1945 gëtt hien onëmstriddene Parteichef an ee vun de Protagoniste vun der fréier Bundesrepublik, där hie säi Stempel opdréckt.

Am Géigesaz zum Fuuss Adenauer beschreift säi Biograph Peter Merseburger hien andeems en um Machiavelli seng Terminologie vum Léiw zréckgräift. Mat engem onheemlech staarke Wëllen, polemesch a wéi et schéngt och net vu senge Virstellungen ofzebréngen, gëtt hie fir d'Leit vun där Zäit e charismatescht Géigebild zum éischte Kanzler. De preisesche Sozialist Schumacher ass an den éischte Jore vun der Bundesrepublik an der ëffentlecher Meenung de kloer dominéierende Politiker an a vu Westdäitschland. Eréischt duerch d'Wale vun 1949 déi deenen de rhäinlännesche Katholik Adenauer Kanzler gëtt, an duerch den definitive kierperleche Verfall vum Schumacher, dee bal zur selwechter Zäit ufänkt ännert dat Bild.

Seng Fuerderungen dréit de Schumacher mat leidenschaftlecher Radikalitéit vir. Een Aarm verléiert hien am Éischte Weltkrich, säi lénkst Bee muss 1948 amputéiert ginn; d'Zäit am Konzentratiounslager schuet senger Gesondheet vill. Entkräft a kierperlech staark geschiedegt, huet de Kettefëmmert awer wéi et schéngt e Wëllen deebis zur Tocksegkeet geet a kënnt dowéinst de Leit vu senger Zäit  a Gespréichspartner wéi e liewegt Symbol vu moralescher Korrektheet a vun engem onbeugsame Kampf  fir e fräiheetleche Sozialismus vir.

De Schumacher, gebuer den 13. Oktober 1895, ass dat véiert Kand den eenzege Jong vum evangelesche Kommerzant Carl Schumacher a senger Fra Gertrud geb. Meseck.. Am Etat civil steet hien als Curt Ernst Carl Schumacher. Säi Papp Carl ass net nëmme geschäftlech erfollegräich, mä och politesch aktiv. Den Unhänger vum lénksliberale Fräisënn ass vill Jore laang Culmer Stadtverordnetenvorsteher ; héchstwarscheinlech (genee Date sinn net bekannt) gëtt hien dobäi och vun de polneschen Deputéierten ënnerstëtzt. D'Famill Schumacher huet vill familiär Bezéiungen an der (politescher a wirtschaftlecher) Elite vun der Stad.

Zanter 1911 ass de Carl och Kreistagsdeputéierten, 1914 an 1917 vertrëtt hie Culm bei de Verhandlunge vum Reichsverband vun den däitsche Stied. Säi Jong Kurt liest an där Zäit dSozialistische Monatshefte – d'Zäitschrëft vum revisionistesche Flillek vun der SPD an de März, eng lénksliberal Zäitschreft, déi den Hermann Hesse a de Ludwig Thoma erausginn. De Jong aus guttbiergerlechem Haus gëllt an der Schoul als iwwerzeegte Sozialdemokrat, leit awer och ënner der perséinlecher Isolatioun, déi dat mat sech bréngt bannent der westpreußescher Gesellschaft.

Culm läit nëmmen 30 Kilometer vun der Grenz vum (deemools) zaristesche Russland ewech. Seng Matschüler sinn zum gréissten Deel Polen, a senger Ofschlossklass sinn 8 Däitscher a 14 Polen. Am Gymnasium zu Culm war e puer Joer éier de Schumacher fir d'éischt an d'Schoul gaangen ass de Gebrauch vum Polnesche verbuede ginn; e Verbuet, deen all Joer rituell op enger grousser Versammlung widderholl gouf. Duerch säi Matschüler a Frënd Franz Raszeja gëtt de Schumacher Member an der traditiounsräicher mä verboudener Philomatevereenegung vun de Polen a léiert sou hir Astellungen, hir Kultur an hiert staarkt Nationalgefill kennen.

Bei der éischter méiglecher Geleeënheet mellt sech de Schumacher den 2. August 1914 – kuerz nom Ufank vum Éischte Weltkrich – als Krichsfräiwëllegen, ouni sech kënne virzestellen, wéi sech dat op seng Schoulcarrière auswierke géif. Ee vun de Grënn firwat hie Fräiwëllegen ass ass well Culm, als Stad un der Grenz, staark Gefor leeft, zur Frontstad an domat Affer vun enger Belagerung ze ginn. Hie geet nach eng Kéier kuerz op d'Schoul zréck, fir en Notabitur ze maachen. Säin (net selwer gewieltent) Aufsatzthema an deem Exame bezitt sech zäitgeméiss op e Schiller-Theema. Will, ruf' ich aus, das Schicksal mit uns enden, So stirbt sich's schön, die Waffe in den Händen. De Schumacher ass nach Joerzéngte méi spéit déif beandrockt dovun, datt sech an den Deeg duerno och de gréissten Deel vu senge polnesche Matschüler op déi däitsch Säit schloen a sech fräiwëlleg an der Arméi mellen. Si si virun allem dovu motivéiert géint Russland kënnen an de Krich ze zéien.

Als Zaldot am Infanterie-Regiment Nr. 21 gëtt hie schonn den 2. Dezember 1914 zu Wloclawek bei Lódz (Polen) schwéier blesséiert. Getraff vun zwee Queeschschléier  duerch den Ueweraarm an zwee Schëss duerch d'Hand, bleift hie 26 Stonnen um Feld leien; an dëser Zäit gëtt hie vu weidere Granatsplitteren um Been getraff, éier hien op engem Holzwon, an d'Feldlazarett (iwwer 50 km ewech) geschleeft gëtt. Do gëtt him de rietsen Aarm amputéiert. Dem 1,85 m grousse Schumacher säi Gewiicht fält an de Méint drop vun 72 op 43 kg. Zudeem gëtt en och nach vun der Ruhr net verschount. Den 10. Oktober 1915 gëtt hie Schumacher offiziell aus der Arméi entlooss. Well e säi rietsen Aarm am Krich verluer huet, kritt hien all Mount eng Rent vun 33,75 Mark dozou eng Krichszoulag vu 15 Mark an d'einfach Verstümmelungszoulag  vu 27 Mark souwéi d'Eisent Kräiz 2. Klass.

Culm fält nom éischte Weltkrich u Polen. D'Decisioun zitt hefteg Diskussiounen an der Stad mat sech. Deeler vum Schumacher senger Famill plënneren an de Rescht vum Däitsche Räich, déi aner bleiwen a Polen. Hien erlieft dat zum gréissten Deel op der Plaz, well hien zu där Zäit säi Referendariat um Amtsgeriicht vu Culm mécht.

Déi Dissertatioun ass vu Villen als Bekenntnesschreiwes vum Schumacher ugesi ginn. No der Novemberrevolutioun war d'SPD zu enger vun den Haaptparteie ginn am Staat. Bis 1918 gouf si nach mat alle Mëttele vum Staat bekricht, zanter der Revolutioun muss si awer fir de Staatsapparat schaffen. De Schumacher probéiert a senger Dissertatioun un dee Problem erunzegoen. An dëser Dissertatioun stellt hien déi zwéi wichteg Theoreetiker vun der Sozialdemokratie, de Ferdinand Lassalle an de Karl Marx, nieftenaner. Si stelle fir de Schumacher d'Haupttypen aller sozialistischen Politiker duer: de Marx, deen nom Schumacher den Staat aus dem Endziel hinwegphilosophiert soll hunn, fir de Mythos des emanzipierten Individuums ze kreéieren, wärend de Lassalle den Aarbechterstaat fir d'höchste Menschheitsideal gesäit. De Schumacher entscheet sech an där Situatioun eendeiteg fir d'Sozialdemokratie als Staatspartei – hie beschreift déi senger Meenung no existéierend Noutwennegkeet vun der Inkorporatioun vun den Aarbechter in das Staatsganze, e fuerdert, datt et zu der Festigung der Staatsgesinnung an der Stärkung des Abwehrwillens, vor allem gegen Russland kënnt.

A senger Zäit zu Leipzig an zu Halle bleift de Schumacher op Distanz zur Partei. D'Stied sinn Héichbuerge vun der USPD. Den deemolegen ausserparlamentareschen an op de politesche Streik ausgeriichte Politikstil stéisst hien zréck.

Nodeem hien e puer Joer gezéckt huet, fir seng Verhältnesser zimmlech ongewéinlech, gëtt hien den 8. Januar 1918, also wéi et d'Keeserräich nach ginn ass an e puer Méint virun der Novemberrevolutioun, Member vun der SPD. Als Akademiker an der SPD gehéiert hie souwuel bei de Sozialdemokrate wéi och an den akadeemesche Kreesser enger däitlecher, an op béide Säiten zu enger net grad beléifter, Minoritéit. Wärend der Revolutioun ass hien, ënner anerem mat dem Otto Braun, Member vum Berliner Arbeiter- und Soldatenrat. 1920 gëtt d'SPD och säi Patron: hie gëtt politesche Redakter vun der sozialdemokratescher Stuttgarter Zeitung Schwäbische Tagwacht. Zu Stuttgart fält de Schumacher als leidenschaftlechen Orateur an zimmlech fréi och als Géigner vun den Nationalsozialisten op. 1924 gëtt hien de President vum Stuttgarter Reichsbanners Schwarz-Rot-Gold. 1930 gëtt e President vun der Stuttgart-SPD, dem Kreesverband mat de meeschte Membere vun der Württemberger SPD.

Scho fréi fänkt de Schumacher u sech souwuel mat de Kommuniste wéi och mat den Nationalsozialisten – deenen hie sech allenzwee a gläichem Mooss refuséiert – ausenanerzesetzen. Dem Schumacher senger Meenung no hunn d'Aktioune vun der spéiderer KPD – an déi doduerch verursaachte Reaktioune vun de politesche Rietsen – vill dozou bäigedroen, de Spillraum fir eng wierklech demokratesch Revolutioun dramatesch a fatal ze reduzéieren. Hien hält déi a sengem Stuttgarter Walkrees relativ staark KPD fir eng komplett vu Moskau gesteiert Partei, an der KPD géif et keng Demokratie bannent der Partei ginn, hiert Verhältnes zur Demokratie an zur Gewalt wier déi selwecht wéi déi vun der NSDAP. Eng Zesummenaarbecht mat der KPD ass fir de Schumacher zu kengem Moment och nëmmen eng theoreetesch Méiglechkeet.

Mat der NSDAP setzt sech de Schumacher fir d'éischt 1923 méi intensiv ausenaner. Senger Meenung no ass den Antisemitismus den eenzege Lien, deen d'Beweegung beienaner géif halen, den Nationalsozialismus géif just un d'Gewalt gleewen, an d'Selbstbestëmmungsrecht, dat si fir d'Vollék verlaangt, géif doduerch zu enger Farce ginn.

Nodeem hie bei der Wal 1928 nëmmen ëm e puer Stëmmen net eragewielt gouf, gëtt de Schumacher 1930 fir d'éischt Kéier an de Reichstag gewielt. Hien ass en decidéierte Géigner vun der Toleréierungspolitik vis-à-vis vum Heinrich Brüning senger Regierung. Zanter 1932 ass hie Member vum Presidium vun der SPD-Fraktioun. Well de Reichstag no 1930 bal net méi schaffe kann, hält de Schumacher do och nëmmen eng eenzeg Ried. Am Februar 1932 attackéiert hie virun allem d'NSDAP. Den Nationalsozialismus wier: der dauernde Appell an den inneren Schweinehund im Menschen, fir d'éischt Kéier wier dem Nationalsozialismus in der deutschen Politik die restlose Mobilisierung der menschlichen Dummheit gelungen. Spéitstens vum 20. Juli 1932 un, dem Datum vum Preußenschlag, gesäit sech de Schumacher an onbedéngter Oppositioun zur politescher Entwécklung déi ëmmer méi séier op de fatale Punkt zousteiert.

Hien ass och am Reichstag, deen nodeem den Hitler un der Muecht war, ënner schwierege Konditioune gewielt gëtt. Hie gehéiert zu deene wéinege Parlamentsmemberen, déi mat un der Ried vum Otto Wels schaffen, mat där deen den Neen vun der SPD zum Ermächtigungsgesetz formuléiert. Déi Zentral Botschaft (Freiheit und Leben könne man den Sozialdemokraten nehmen, nicht aber ihre Ehre) an där Ried bestëmmt dem Schumacher säi ganzt Behuelen an der Zäit vum Nationalsozialimus. Den 10. Juni plädéiert hien op enger Sëtzung vun der SPD-Reichstagsfraktioun fir d'illegal Aarbecht vun der Partei an nach eng Kéier den 19. Juni op enger SPD-Reichskonferenz. Hien ass, net sou wéi d'Parteispëtzt, déi mengt, et kéint net méi schlëmm wéi zu Zäite vum Bismarck senge Sozialistegesetzer ginn, Vertrieder vun enger Haltung vis-à-vis vun den Nationalsozialisten déi keng Kompromesser erlaabt. Vum 13. Juni 1933 u gëtt de Schumacher mat steckbréiflech  gesicht.

De 6. Juli 1933, gudder zwou Wochen no dem Verbuet vun der SPD, gëtt de Schumacher zu Berlin festgeholl, nodeem hie bei engem geheime sozialdemokrateschen Treffen am Schwarzwald matgemaach hat. De Schumacher kritt d'Chance, eng Verzichtserkläerung op politesch Aktivitéit z'ënnerschreiwen a sech domat seng Fräiheet ze zréckzekafen. Hie refuséiert. Doropshi gëtt hie fir néng Joer, néng Méint an néng Deeg a verschidde Konzentratiounslagere gespart, ufanks, vum Dezember 1933 un, am KZ Heuberg, duerno, bis Juli 1935, am KZ Oberer Kuhberg zu Ulm, um Enn am KZ Dachau an eng Zäitchen och am KZ Flossenbürg.

De Schumacher kann zwar als Weltkrichsveteran op e bësse Rücksicht hoffen, mä riskéiert, well hien ëfters widdersprécht a souguer en Hongerstreik ufänkt, e puermol säi Liewen. Am Konzentratiounslager refuséiert hien all Zort vu Kontakt mat kommunistesche Prisonéier, well hien hinnen eng Matschold gëtt un den Nazien hirer Muechtergräifung.

De 16. Mäerz 1943 gëtt hien als schwéierkranke Mann op Hannover entlooss, wou hie gezwonge gëtt bis zur Liberatioun, den 10. Abrëll 1945 ze bleiwen. No dem Attentat vum 20. Juli 1944 gëtt hie vum 24. August bis den 20. September 1944 op en Neits inhaftéiert, déi Kéier am KZ Neuengamme.

Kuerz nom Krich an der Befreiung vun Däitschland vum Nationalsozialismus fänkt de Schumacher un d'SPD nees opzebauen. Genee wéi den August Bebel, gëtt de Schumacher als wahrer Volkstribun, mitreißender Redner, Führer, an den glaubte, wer zur SPD gehörte (Peter Lösche) beschriwwen.

Schonn de 6. Mee 1945, zu engem Moment wou d'brittesch Besatzungsmuecht et nach net erlaabt huet Parteien ze grënnen, gëtt de Schumacher vun ongeféier 130 sozialdemokratesche Fonctionnairen zu Hannover an d'Funktioun vum lokale President gewielt.

De Schumacher beweist am Duerchernee vun der Nokrichszäit grousst organisatorescht Geschéck a gëtt sou a kuerzer Zäit zu enger net kontestéierter Féierungsfigur vun der Sozialdemokratie an de westleche Länner. Am Juli 1945 ginn him 11 westdäitsch Parteibezierker eng Vollmuecht: Si chargéieren den früheren Reichtagsabgeordneten Dr. Kurt Schumacher mit der organisatorischen und politischen Führung der Partei im gesamten Reich. Den 10. Mee 1946, véier Wochen nodeem an der Sowjetescher Besatzungszon d'Zwangsvereenegung, géint déi de Schumacher sech agesat hat, vu KPD an SPD zur SED agefouert gouf, gëtt de Schumacher schliisslech mat 244 vun 245 Stëmmen zum Parteipresident vun der SPD an den dräi westleche Besatzungszone gewielt. De Büro Dr. Schumacher zu Hannover entwéckelt sech zur faktescher Parteizentral, seng Mataarbechter, wéi den Erich Ollenhauer, d'Annemarie Renger, den Egon Franke, den Alfred Nau, den Herbert Kriedemann an d'Herta Gotthelf ginn d'organisatoresch Basis vun der SPD.

De Schumacher wëll d'Feeler vun der Weimarer Republik emgoen a gräift a sengen inhaltleche Konzepter op Iwwerleeungen aus der Weimarer Zäit an op déi vun de Sozialdemokraten am Exil zréck. Säin Afloss op d'Entwécklung vun der SPD ewech vun der Klassepartei, mat marxistesch inspiréiertem Programm, hin zu enger pluralistescher lénkser Vollekspartei ass widderspréchlech. Zum engen entstammt hie kengem typeschen SPD-Hannergrond, wat seng Famill a säi soziaalt Ëmfeld betrëfft, gehéiert, par Rapport zu de Cheffe vun der Weimarer Republik, zu enger neier Generatioun an huet, theoreetesch fundéiert, all, vum Marxismus inspiréiert, Revolutiounsperspektive fale geloss. Fir hien ass d'Partei net an éischter Linn eng Aarbechterpartei, mä eng Partei vu Fräiheet a Gerechtegkeet, d'Aarbechter sollen zwar eng gläichberechtegt Roll am Staat anhuelen, mä dem Schumacher säin Zil ass net méi dat vun engem Arbeiterstaat. Seng Positiounen, besonnesch säi Patriotismus maachen d'SPD fir nei Wieler- a Membersmilieuen op, déi hir virdrun entgaange sinn. Anerersäits erstéckt hien och Diskussioune bannent der Partei, wéi zum Beispill déi vum Carlo Schmid. D'Iddien, déi sou, besonnesch duerch den Openthalt vu ville Sozialdemokraten am Exil entstane sinn, brauche sou Jore méi laang, fir an der Partei duerchzekommen.

De Schumacher gesäit d'Partei als déi wichtegst Stäip vum politische System. Am Chaos vun der Nokrichszäit, a mat dem Hannergrond vun de groussen Aufgaben, deene sech déi fréi bundesdäitsch Politik stelle muss, sécher awer och perséinlechkeetsbedéngt, ass fir hien d'Eenheet vun der Partei eent vun de wichtegsten Ziler.

Zu den Eegenschafte vum Kurt Schumacher, déi dacks kritiséiert goufen, gehéiert säin autoritäre Féierungsstil. De Willy Brandt, deem säi Féierungsstil genee de Kontraire ass, charakteriséiert de Schumacher a sengem Buch Links und frei: Ich begriff – etwas widerstrebend – die magnetische Wirkung, die er auf viele ausübte. Er bat nicht, er forderte. Er wog nicht Argumente gegeneinander ab, sondern schleuderte das Ergebnis seines Nachdenkens in den Zuhörerkreis – und dies mit erheblichem Stimmaufwand.

De Schumacher verlaangt vun de Membere vun der SPD eng stolhaart Parteidisziplin an ass Verdeedeger vum Fraktiounszwang. SPD-Politiker, déi ëffentlech eng aner Meenung vertrieden, gi vun him schaarf ugegraff (z. B. de Wilhelm Hoegner an de Wilhelm Kaisen). Am Fall Hoegner geréit dee bal scho militanten Zentralist mat dem geneesou vehemente bayeresche Federalist unenaner. Wärend den Hoegner dem Schumacher seng Diktator-Allüren kritiséiert, gesäit de Schumacher am Hoegner net ganz zu Onrecht e Separatist, dee mat der Bayernpartei an engem Concours läit, fir erauszefanne wien de beschte Bayer wier. Mat Hëllef vu sengem Büro, der bayerescher SPD, déi dem Hoegner seng Positiounen och wäit iwwerdriwwe fënnt, an dem fréiere Londoner Emigrant Waldemar von Knoeringen bréngt de Schumacher et um Enn fäerdeg, den Hoegner an der SPD z'isoléieren.

Am Fall Paul Löbe ass dem Schumacher seng Begrënnung: Die individuelle Meinungsfreiheit ist auch in der Öffentlichkeit gesichert. Wenn aber einmal Entschlüsse vorliegen, dann müssen sie auch respektiert werden. Es kann auch nicht nach Beschlussfassung die Diskussion in jedem Moment von neuem beginnen. D'demokratische Freiheit läit fir de Schumacher in der Einordnung in die große Idee, deren praktische Gestaltung demokratisch fixiert ist.

An der SPD gëtt et der nëmmen e puer, déi him widderspriechen, oder souguer säi Féierungsusproch a Fro stellen. De Fraktionsmember Heinrich Ritzel erkläert déi Tatsaach, datt de Schumacher och a parteiinternen Diskussiounen kaum Widdersproch kritt, mat der schaarfer Aart vu senger Argumentatioun, déi vill Leit scho frühzeitig verstummen ließ; anerer schwiegen gegenüber dem Mann, der durch seine physischen Leiden so etwas wie Unantastbarkeit ausstrahlte. E vun deene wéinegen, déi dem Schumacher säi Stil oppe kritiséieren, ass eeben de Paul Löbe. An engem Bréif un de Schumacher schreift hien: ... Du weißt wie sehr wir Dich alle schätzen... daß aber nun überhaupt keine andere Meinung in der Partei laut werden soll als die Deine, scheint mir etwas zu viel verlangt... wohl zehnmal haben Genossen mich schon gefragt, ist denn niemand da, der Kurt das einmal offen sagt. Ja, ja, es gibt Leute, die sich davor zu fürchten scheinen. Schließlich aber kann eine gesunde Politik nicht nur dadurch betrieben werden, daß man die anderen rechts und links dreimal täglich vor den Kopf stößt.

Am Géigesaz zu de méigleche Géigner huet de Schumacher d'Virdeeler kloer op senger Säit. Hien huet e koherent politescht Konzept fir d'Nokrichszäit, huet de Respekt vun de Parteimemberen, de politeschen Duerchsetzungswëllen an eng Organisatioun, fir dëse Wëllen och duerchsetzen ze kënnen – alles Fakteuren, déi deenen Anere feelen.

De Schumacher refuséiert 1946 d'Offer vun den Alliiéierten, Ministerpresident vu Baden-Württemberg ze ginn, well hie sech net regional a sengen Aktioune wëllt beschränken. Hie gëtt allerdéngs dat Joer zum President vum Zonenbeirat an der brittescher Besatzungszon gewielt.

Bei der Bundestagswal vun 1949 gëtt de Kurt Schumacher an den éischte Bundestag gewielt. D'SPD verléiert no ufanks widderspréchleche Pronostike mat 29,2 % vun de Stëmme géint CDU/CSU, déi 31,0 % vun de Stëmme kréien.

Am Géigesaz zu villen aneren an der SPD, fir se mam Numm ze nennen: d'Landespolitiker Wilhelm Kaisen (Bremen), Max Brauer (Hamburg) an Hermann Lüdemann (Schleswig-Holstein), ass hie ganz decidéiert géint eng Grouss Koalitioun an domat och fir eng Oppositiounsroll vun der SPD. Déi zwéin onëmstridde Parteicheffe vun de grousse Parteie si géint eng staark Oppositioun an hire Parteie fir eng kloer Richtungsentscheedung duerch d'Walen. Och perséinlech wier souwuel e Minister Schumacher an engem Ministesch-Kabinett Adenauer wéi och déi ëmgedréinte Konstellatioun nëmme schwéier méiglech gewiescht. Schonn op enger Walversammlung am Oktober 1946 gesäit de Schumacher d'Oppositiounsroll als eng Méiglechkeet fir d'SPD. D'Sozialdemokrate fäerten auch nicht vor einem gefährlichen Leben in der Opposition, denn wir Sozialdemokraten sagen uns, es ist besser für uns und die Welt, wenn die Opposition einmal von einer internationalistischen demokratischen Partei als von Chauvinisten und Nationalisten und allen Reaktionären, die ja augenblicklich bei der CDU untergekrochen sind, soweit sie nicht im Osten des Reiches bei der SED sind.

De Konrad Adenauer gëtt éischte Bundeskanzler, de Kurt Schumacher gëtt als éischten Oppositiounschef säi Géigespiller am Bundestag. Am Géigendeel zur Praxis an der Weimarer Republik begräift hien d'Oppositionsroll ëmmer als konstruktiv. D'Oppositioun soll nom Schumacher senger Meenung net un éischter Plaz d'Régierung kritiséieren, mä si soll selwer kapabel sinn, besser oder zumindest genee sou gutt Virschléi ze maachen. Mat där parlamentarescher Stilännerung hannerléisst hie säi vläicht wichtegst Ierwe fir de Politesche System vun der Bundesrepublik.

De Schumacher ass den onëmstriddene Chef vun der SPD-Fraktioun, an obwuel säi Plang, de Fraktiounszwang an d'Geschäftsuerdnung schreiwen ze loossen, net opgeet, praktizéiert hien e konsequent. Hien ass, och wéinst der Weimarer Erfarung, der Meenung, datt d'Parlament genee sou wéi eng handlungsfäeg Regierung eng eeneg Oppositioun brauch, déi och kapabel ass, am Noutfall d'Regierungsfunktiounen z'iwwerhuelen. An der däitscher Traditioun ass hie sou de Grënner vun der Funktioun vum Oppositiounschef.

Den 20. August 1952 stierft de schwéierkranke Schumacher, un de Spéitfolge vun der laanger KZ-Haft, zu Bonn.

Begruewe gëtt hien zu Hannover. An de Stroossen tëscht Bonn an Hannover stinn Honnertdausende vu Leit an erweisen him déi lescht Éier. D'Süddeutsche Zeitung schreift an hirem Noruff: Wir brauchen Dich, obwohl Du unser Gegner bist, und wir wissen es.... Und das weitere Tröstliche ist darin enthalten, daß es hier keiner mittelmäßigen und mittellauwarmen Persönlichkeit entgegenwallte, keinem 'Wirte wundermild', sondern einem Strengen, Abweisenden, Unerbittlichen.

Am Schumacher senge politesche Virstellungen huet de Begrëff Volkes eng zentral Plaz an dat a sengen zwéi Bedeitungsniveauen, souwuel als Begrëff fir den drëtte Stand vun der franséischer Revolutioun, d'ausgebeidelt an d'ënnerdréckte Massen, wéi och am Sënn vun engem Staatsvollek. De Kurt Schumacher wëll en demokratescht a sozialistescht ongedeeltent Däitschland, méiglechst an de Grenze vun 1937; Däitschland soll méiglechst séier seng Souveränitéit erëmkréien a seng Plaz ënner de fräie Vëlker vun Europa erëm anhuelen. Hie steet an der Traditioun vun der Revolution vun 1848 an där vun 1918, hie kämpft fir en unitaresche Verfassungsstaat, fräi Walen, Parteiendemokratie, Parlamentarismus, d'Iwwerwanne vum Obrigkeetsstatus an der kapitalistescher Klassegesellschaft. Fir hien ass d'SPD déi eenzeg Partei, déi weder duerch den Nationalsozialismus nach duerch de Stalinismus belaascht ass; d'Sozialdemokrate wieren dofir als eenzeg kapabel, e fräit Däitschland an e fräit Europa z'integréieren a sou zum Spannungsofbau tëscht de Groussmuechte bäizedroen.

Dem Schumacher seng politesch Konzepter hunn de Vir- an den Nodeel, ni administrativ Muecht besiess ze hunn. E Virdeel, well hie seng Virstellunge sou ni un der Realitéit moosse muss, onduerchféierbar Pläng komme sou net zum Virschäin a Widderspréch an deenen Theorië sinn net sou gutt ze gesinn; en Nodeel, well hie sou kaum ënner dem Drock steet fir eppes bäizeléieren. Hie ka seng Positioune bäibehalen an dat och an enger weltgeschichtlecher Situatioun, déi sech rapid ännert. Sou féiert hien d'SPD an eng programmatesch Isolatioun, aus där si laang Zäit, bis an d'60er Joren eran, net erauszekënnt.

De Schumacher ass vun der programmatescher Ierfschaft vun der Bebelscher SPD markéiert: Fir hien ass d'Iwwerwanne vum Klassekampf ee vun den zentrale Bute vun der Politik. Senger Meenung no kann dat nëmmen duerch d'Verstaatlechung vun de Schlësselindustrië passéieren. Genee sou déif ass hie vum Echec vun der Weimarer Republik beaflosst a mengt, eng vun den Ursaachen dofir an der schlechter Demokratiséierung vun der Ekonomie ze gesinn. Besonnesch am Duerchernee vun der Nokrichszäit plädéiert, ze vergläiche mat dem Labour-Party a Groussbritannien, mä och groussen Deeler vun der CDU, fir eng geplangt Ekonomie, fir de Ravitaillement vun der Bevëlkerung mat dem Noutwennegste sécherzestellen.

D'Demokratie an d'Participatioun vum Vollek un der Muecht léisst sech fir de Schumacher am beschten duerch fräi an allgemeng Walen duerchsetzen. Duerch déi zueleméisseg Iwwerleenheet vum Vollek géinteniwwer den traditionelle Funktiounseliten, si Walen de sécherste Wee, fir deenen Eliten hir Privilegien ofzehuelen. Konzeptioune wéi déi vun de Bolschewiken, déi d'Volleksherrschaft eréischt no enger Zäit vun der Diktatur vum Proletariat uviséieren, refuséiert hien. Fir hie féieren nëmmen demokratesch Methoden zu enger Vollksherrschaft.

Vum Schumacher hautzedags am Bekannteste ass wuel d'Zitat vun de Kommunisten als rotlackierte Faschisten. De Schumacher reprochéiert der KPD Klassenverrat, well si d'Weimarer Republik net nëmmen net verdeedegt, mä aktiv zu hirem Ënnergang, an domat der Entwécklung vum Nationalsozialismus bäigedroe soll hunn. Fir hien ass d'KPD en Organismus deen de Wëlle vun der sowjetescher Aussepolitik vollstrecke soll; an hiren Beschwörungen vun der Demokratie a der Däitscher Eenheet ass si fir hie verlugen. Mat enger neo-nationalistischen Sprooch, gleich der des alten Nazismus, géif sech d'KPD a spéider d'SED fir eng nationalrussische Politik mit nationaldeutschen Phrasen asetzen. Op eng Verhandlungsoffer vun der Volkskammer reagéiert hien den 30. Januar 1951 am Bundestag mat senger gewinnter ätzender  Schärft: Die deutschen Demokraten können nur mit Deutschen über Deutschland verhandeln, aber nicht mit Gesinnungsrussen, deren Deutschtum eine bloße Äußerlichkeit ist.

Schonn am Summer 1945 féiert hien eng Trennung vun der Ost-SPD ënner dem Otto Grotewohl duerch; hie stellt sech an dësem Moment kloer géint den Zäitgeescht: a beede Parteien ass d'Bestriewen no enger Einheit der Arbeiterklasse staark, an anere Länner wéi Italien oder Frankräich gëtt et eng gemeinsam Antifaschistische Front vu Kommunisten a Sozialdemokraten; 1945 setze souguer nach d'Westmuechten op eng Zesummenaarbecht mat der UdSSR. Hie geet och gär an dës Richtung, obwuel hien och weess, wéi vill dat de Walresultate vun der SPD géif schueden. D'Héichbuerge vun der Aarbechterbeweegung leie virun allem an de Landesdeeler am Osten, wärend déi biergerlech Parteien am kathoulesche Westen a Süde vun der neier Bundesrepublik méi staark sinn. Déi vum Schumacher durchgesaten Ofgrenzung vun der SPD zum Kommunismus bestëmmt d'Partei bis an d'1970er Joren eran; éreischt dës Ofgrenzung huet den organiséierte Kommunismus vu senge wichtegste Gespréichspartner (SPD an déi vun hir dominéierte Gewerkschaften) isoléiert a verhënnert soudatt d'Kommunisten Afloss op d'gesellschaftlech Mëtt kréien.

De Politolog Hans-Peter Schwarz beschreift de Schumacher als mit Getöse national. An engem Appell aus dem Joer 1945 schreibt Schumacher: Mag das Verbrechen des deutschen Nazismus an der Welt noch so schwer sein, das deutsche Volk kann und darf nicht darauf verzichten, sein Reich... als nationales und staatliches Ganzes zu behaupten. Für die arbeitenden Massen sind Idee und Tatsache des Deutschen Reiches nicht nur nationalpolitisch, sondern auch klassenpolitisch eine Notwendigkeit. Ihr politischer und wirtschaftlicher Befreiungskampf ist ohne diese Grundlage zur Erfolglosigkeit verurteilt.

De gebiertege Preis ass fest dovun iwwerzeegt, datt et e vun de schwéierste Feeler vun der Weimarer Lénkser gewiescht wier, d'nationale Idee de Konservativen an den Nationalsozialisten z'iwwerlossen. Nie méi soll d'SPD als national illoyal diskreditéiert gi kënnen. Mat Leidenschaft allerdéngs gräift hie Kräften un, déi senger Iwwerzeegung no mat dem Nationalsozialismus paktéiert haten. Fir hie läit den Contraire net tëscht national an international, mä tëscht national an nationalistisch. Nationalismus war 1947 fir hien die heutige Form des Nihilismus in der Welt an domat bis an de Fong ze refuséieren. 1950, an de Verhandlungen fir den Europarot, definéiert hien d'Roll vun der SPD: durch Wahrung der nationalen Rechte den Nationalismus unmöglich zu machen und ihn unter Zustimmung des ganzes Volkes zerschlagen zu können.

Seng Manéier, säi Patriotismus auszédrécken, mécht et allerdéngs senge Géigner liicht, fir hien aussepolitesch als lénksen Nationalist z'isoléieren. Besonnesch well hien als aktive Resistenzler schonn am KZ sëtzt, wärend vill westlech Staatsleit dem Adolf Hitler nach den Haff maachen, mengt de Schumacher et sech leeschten ze kënnen, op Aanhéicht, wann net souguer wéinst engem Gefill vu moralescher Iwwerleeënheet, bei de Gewënner vum Krich opzetrieden. Datt déi an him e Mënsch gesinn deen als Eenzelpersoun Widderstand geleescht huet, domat awer op kee Fall en typeschen Däitschen ass, kann oder wëllt en net gesinn. Och nom Krich schaffen déi westlech Staate mat de Représentante vun deener Klassen a Schichten zesummen, déi fir de Schumacher d'Republik net genuch verdeedegt hunn. Hie kënnt an d'Situatioun, am Ausland de schlechte Ruff vum däitschen Nationalist ze kréien, wärend déi déi et dem Nationalsozialismus, senger Meenung no, méiglech gemaach sou wäit ze kommen, schonn nees erëm hoféiert ginn.

Aus den Erfarunge mat dem Traité vu Versailles an der däitscher Erfüllungspolitik mengt de Schumacher, datt just Häert néideg wier, fir fir Däitschland erëm eng national Gläichberechtegung op internationalem Terrain duerchzesetzen. Dem Schumacher seng Positioun zur Europäescher Eenegung an zur Westbindung vun der Bundesrepublik bleift inkoherent. Engersäits leet hie säi leidenschaftleche Refus vun der Sowjetunioun an dem do praktizéierte Realsozialismus an der Situatioun vun engem Kale Krich dee grad ufänkt, faktesch op eng Westbindung fest. Anerersäits widdersetzt hie sech de Schrëtt, déi dëst Festlee praktesch ënnerstetzen: Europarot, Montanunioun an EVG. Dëst erschwéiert seng Opfassung vun der däitscher Wiedervereinigung dauerhaft oder mécht se ganz onméiglech. Kritesch géinteniwwer vu Frankräich, Groussbritannien a virun allem zu, de vun him als kapitalistesch Virmuecht ugesinnen, USA refuséiert hie sech déi Schrëtt, déi eng Westbindung kéinte konkrétiséieren. Am Verglach zu de Wäerter vun der Opklärung an engem fräiheetleche Sozialismus empfënnt hien déi faktesch Situatioun an dëse Länner als zudéifst onzefridde maachend a ka sech zu kenger echter Zesummenaarbecht mat hinnen zesummeräissen.

De Schumacher profiléiert sech am Bundestag als scharfe Géigner vun der Westeinbindung duerch de Konrad Adenauer. Hie gesäit doran eng Gefor fir eng eventuell zäitlech no Wiedervereinigung. An der Suite vum Sträit ëm d'Petersberger Okommen bezeechent hien den Adenauer an der Nuecht vum 24. November op de 25. November 1949 als Bundeskanzler der Alliierten a gëtt doropshin e puer Deeg vun de Sessioune vum Bundestag suspendéiert. Spéider revidéiert hien dat Zitat. Hien ass den Ursprong Magnet-Theorie déi den Adenauer iwwerholl huet.

Dem Schumacher seng perséinlech Saache sinn eis net hannerloss ginn. Den allergréissten Deel vu senge méi alen Ënnerlagen a perséinlechen Dokumenter goufe vun den Nationalsozialisten zerstéiert.




#Article 270: Gëlle Fra (673 words)


Gëlle Fra ass de geleefegen Numm vum Monument du souvenir, dat an der Stad Lëtzebuerg op der Constitutiounsplaz steet. Säin Numm geet op eng vergëllte Fraefigur zréck, déi vum Sculpteur Claus Cito geschaaft gouf, an déi op enger Sail steet. Ursprénglech huet et un déi Lëtzebuerger Fräiwëlleg erënnert, déi an der Friemelegioun op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gefall sinn, spéider gouf et, duerch seng Geschicht, och e Monument géint d'Nazidiktatur, an allgemeng d'Monument, fir u Krichsaffer ze erënneren.

D'Monument besteet aus engem Sockel mat zwou männleche Bronzefiguren, wouvun eng do läit a vun der anerer betrauert gëtt, an aus engem 21 m héijen Obelisk aus Granit an enger vergëllter Bronzefigur uewendrop. Dës Figur stellt eng Fra duer, déi e Lorberkranz mat ausgestreckten Äerm viru sech hält. Si stellt déi griichesch Gëttin Nike duer, eng klassesch Allegorie fir de Fridden, d'Victoire, oder och d'Natioun, déi d'Krichshelden éiert. Um Sockel, op Granitplacken, geet riets vun den 3.000 Lëtzebuerger Legionären an den 2.500 Doudegen an de franséischen Arméien am Éischte Weltkrich.

Enger Revelatioun vun 2015 no soll d'Suzanne Marx-Wildschütz, eng Bäckeschfra vun Nidderkäerjeng, déi vis-à-vis vum Claus Cito gewunnt huet, Modell fir d'Figur gestanen hunn. Der klassescher Opfaassung no soll de Cito awer als Virlag fir d'Gëlle Fra de Modell vun engem Kapp benotzt hunn, deen hie schonn circa 1914 fir e Monument zu Bréissel, wou hien deemools gelieft huet, benotzt hätt. D'Identitéit vum deemolege Modell ass jiddefalls net sécher bekannt, d'Spezialiste vum Cito sengem Wierk zweiwelen drun, datt et d'Suzanne Marx hätt kënne sinn a wëllen déi Bréisseler Pist net ausschléissen.

De 14. Februar 1920 ass vun der Nationaler Denkmalkommissioun e Concours fir e Monument ausgeschriwwe ginn, dat un déi Lëtzebuerger Zaldoten, déi op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gestuerwe sinn, sollt erënneren. Ënner den 18 Projeten, déi agereecht goufen, gouf d'Friddenskinnigin (sou den Numm vum Entworf) vum Claus Cito zréckgehalen. Finanzéiert gouf et deelweis duerch de Verkaf vun Timberen, déi eng Surtaxe kruten (Timbre du souvenir, 1921 an 1923). De Projet war zimmlech kontroverséiert, well d'Figur mat hirem dënne Kleed, duerch dat hir Brëscht sech däitlech ofgezeechent hunn, deem engem oder aneren ze vill plakeg war. D'Monument gouf den 23. Mee 1923 opgeriicht an de 27. Mee ageweit.

Den Nazien, déi nom Iwwerfall op Lëtzebuerg, den 10. Mee 1940, Här a Meeschter waren, war d'Monument vun Ufank un en Dar am A. Den 10. Oktober 1940 koum den Uerder, dat Schandmal, ofzerappen, wat och den 21. Oktober geschouch. Mat enger Dampwalz gouf d'Sail ëmgerappt an ass an 3 Stécker zerbascht. D'Sockelfigure goufe séchergestallt, d'Steng koumen op en Depot vun der Stad. E puer honnert Studenten aus dem Kolléisch, dee just vis-à-vis war, hunn nogekuckt an haart géint d'Ofrappe protestéiert. Vill vun hinne goufe verhaft a brutal vun der Gestapo zerklappt.

Nom Krich huet den Architekt Victor Engels Pläng entworf, d'Monument erëm opzeriichten, mä ouni d'Gëlle Fra selwer. Dës ass zwar 1955 kuerz (zimmlech delabréiert) an enger Ausstellung iwwer d'Resistenz opgedaucht, ma nom Enn vun der Ausstellung, zum Cito sengem Verdross, nees verschwonnen, wat déi, déi am Ufank dogéint waren, wuel ganz gutt arrangéiert huet. Duerch d'Net-méi-do-Sinn vun der Gëlle Fra krut d'Monument (oder wat dovu Rescht war) eng nei Dimensioun. Et huet vun do un och, a virun allem, un d'Nazidiktatur erënnert.

Spéider koume Placke bäi, déi un d'Lëtzebuerger fräiwëlleg Zaldoten am Koreakrich erënnert hunn, wat zu enger politescher Kontrovers mat de Kommuniste gefouert huet.

Déi staark Symbolik, déi dëst Monument fir en etlech Leit huet, gouf 2001 bei enger Polemik däitlech, wéi ënner dem Numm Lady Rosa of Luxembourg eng verfriemt Replik vum Monument fir eng begrenzt Zäit, net wäit ewech dovun, opgestallt gouf.

Den 8. Mäerz 2002 gouf d'Monument als nationaalt Monument klasséiert.

Den 3. Mäerz 2010 gouf d'Statu vun der gëllener Fra ofmontéiert, fir, nodeem se restauréiert an eng Géissform dovu gemaach ginn ass, vum 1. Mee bis den 31. Oktober 2010 virum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2010 zu Shanghai ausgestallt ze ginn. Se koum am November zréck op Lëtzebuerg. Bal 37.000 Leit si sech déi Ausstellung ukucke gaangen.




#Article 271: Lady Rosa of Luxembourg (586 words)


Lady Rosa of Luxembourg ass den Numm vun engem Konschtwierk, dat vun der kroatescher Kënschtlerin Sanja Iveković geschaaft gouf. Et representéiert eng verfriemt Replik vum Monument vun der Gëllener Fra (dofir och dacks Gëlle Fra 2 genannt). 2001 huet et zu Lëtzebuerg fir zolidd Polemik gesuergt, wéi et knapps 50 Meter vum 'Original' ewech opgeriicht gouf, dat am Kader vun der Ausstellung Luxembourg, les Luxembourgeois am Stater Geschichtsmusée an am Casino Luxembourg.

DLady Rosa of Luxembourg ass eng Replik vum Monument vun der Gëllener Fra, mat zwéi wesentlechen Ënnerscheeder:

Aussoe vun der Kënschtlerin no sollt dëst Konschtwierk dozou ureegen, iwwer d'Situatioun vun der Fra an eiser Gesellschaft nozedenken. Deemno géif den engleschen Text um Sockel d'extrem Stereotyppen iwwer Fraen erëmginn (Houer an/oder Helleg), de franséischen Text déi allegoresch Wäerter, déi de Fraen (duerch Monumenter) attribuéiert ginn (et sinn elauter och grammatikalesch weiblech Wierder), an den däitschen Text d'Positioun vu Konscht a Kultur tëscht Commerce a Kapital (d'Alliteratioun vum ‚K’ erënnert alt erëm un déi vu 'Kanner-Kichen-Kierch', mat där déi klassesch Roll vun der Fra definéiert a kritiséiert gouf). De Fait, datt d'Fraefigur erwaart, soll deementspriechend op d'Roll vun der Fra als Mamm hiweisen, mä och, datt d'Fraen dacks déi éischt Affer vu Krichsgewalt (a Form vu Vergewaltegungen) sinn, woufir soss keng Monumenter opgestallt ginn.
Och den Numm vum Konschtwierk ass eng däitlech Uspillung op d'Rosa Luxemburg, eng polnesch-däitsch Politikerin, déi ermuert gouf.

Dës komplex Liesaart vum Konschtwierk war vläicht muncher engem ze vill komplex. Kaum war d'Replik opgeriicht, koum et zu engem Stuerm vun Entrëschtung an de Lieserbréifsäite vun den Zeitungen. Et gouf däitlech, datt en etlech Leit doriwwer schockéiert waren, datt dat, wat d'Gëlle Fra (d'Original) fir si representéiert - nämlech den Affer (virun allem) vum Zweete Weltkrich ze gedenken - op eng fir si inakzeptabel Aart a Weis verdréint gouf, andeems, wéi si et gesouchen, d'Gëlle Fra als Kitsch oder Houer bezeechent gouf. Well keng 'Gebrauchsuweisung' donieft stoung (a per Definitioun d'Konscht fräi fir déi verschiddenst Interpretatioune ass) gouf et wochelaang en erhëtzten Dialogue de sourds, dee bis hin zur Grënnung vun engem Comité de Coordination Non à la 'Gëlle Fra 2 an zu Fuerderungen zum Récktrëtt vun der Kulturministesch Hennicot-Schoepges, gefouert huet. Dës huet awer bis zum Schluss refuséiert, dem Drock nozeginn.

Interessanterweis stoung zur selwechter Zäit eng vergëllent Kou och net wäit vun der Gëllener Fra ewech, déi am Kader vun der Konschtaktioun Art on Cows (eng honnert ënnerschiddlech bemoolte Plastikskéi, déi uechtert d'Stad opgestallt goufen) dohigestallt gouf, wat awer keen ze stéiere geschéngt huet.

Am Hierscht 2001, nom regulären Oflaf vun hirer Ausstellungszäit, gouf dLady Rosa of Luxembourg nees ewech geholl.

Si stoung bis 2003 am Hannerhaff vun engem Haus fir geschloe Fraen – alt nees eng Symbolik fir sech.

Duerno stoung se eng 7 Joer am Berodungszentrum vun der Initiativ Liewensufank asbl zu Izeg. 2009 koum se fir eng Ausstellung vun der Creatrice an de Van Abbe-Musée op Utrecht.

Am Januar 2011 gouf se, wéinst Aarbechten an de Raimlechkeete vun der Initiativ Liewensufank, virleefeg an d'Reserv vum Mudam opgeholl. Vum 17. Dezember 2011 bis de 26. Mäerz 2012 war se zu New York am MOMA an enger Wierkaustellung vun der Kënschtlerin mam Titel Sweet violence ze gesinn.

Vum 2. Juni bis de 16. September 2012 gouf d'Lady Rosa eng zweete Kéier zu Lëtzebuerg ëffentlech ausgestallt, nämlech an der Agangshal vum Mudam am Kader vun enger Wierks-Retrospektiv vun der Sanja Iveković, mam Titel Waiting for the Revolution. Am Géigesaz zu 2001 ass déi Ausstellung an der allgemenger Indifferenz iwwer d'Bün gaangen.




#Article 272: Anglesey (234 words)


Anglesey, op walisesch Ynys Môn, ass eng brittesch Insel virun der Nordwest-Küst vu Wales am Iresche Mier. Et ass och den Numm vun enger Grofschaft.

Den héchste Punkt op Anglesey selwer ass den Mynydd y Garn an dem nord-westlechen Eck. Awer de Bwrdd Arthur am Oste vun der Insel ëstlech vun der Red Wharf Bay an de Mynyedd Eilian am nord-ëstlechen Eck komme bis op e puer Meter un en erun. Den Holyhead-Bierg op der virgelagerter Holy-Insel huet 219 Meter (i.d.M.). Anglesey huet ausserdeem eng Küst vun 201 Kilometer.

D'Insel Anglesey ass vum Festland aus z'erreechen iwwer zwou Brécken.

De Stroosseverkéier geet iwwer d'original Menai Hänkbréck, déi 1826 vum Thomas Telfort gebaut gouf an der Britannia Bréck, déi d'Autobunn A55 an North Wales Coast Railway-Eisebunn dréit.

D'Eisebunnslinn vu Portthaethwy op Caergybi (mat Tëschenopenthalt zu Bodorgan, Ty Croes an Rhosneigr) féiert queesch duerch Anglesey vun Osten no Westen ass 69 Kilometer laang.

Walisesch ass eng vun deenen eelste Sproochen an Europa. Op Anglesey schwätzen 62% vun de Leit Walisesch als Haaptsprooch. Jiddweree kann och Englesch. Et ass op Anglesey an am Caernarvonshire, wou dat rengste Walisesch geschwat gëtt.

Wales huet en eegenen Tëlee-Kanal, den S42, national a regional Radio-Statiounen, Radio Cymru an Champion, Dozou kommen nach Walisesch Dageszeitungen an Zäitschrëften.

Dat wichtegst literarescht Wierk op Walisesch ass Mabinogion, eng Sammlung vun alen Erzielungen a Geschichten. Eng Iwwersetzung op Ensglesch gëtt et am Täschebuch (ISBN 0-14-044322-3)




#Article 273: Rafael del Riego (381 words)


De Rafael del Riego y Flórez, gebuer den 9. Abrëll 1784 oder de 24. November 1785 (jee no Quell) a gestuerwen de 7. November 1823 war e spuenesche Generol a liberale Politiker.

Gebuer zu Santa María de Tuñas an Asturien schléisst den del Riego 1807 d'Universitéit zu Toledo of. Hie plënnert op Madrid wou hien an d'Arméi geet. 1808 gouf hien am Spuenesche Krich vun de Fransouse gefaangen, an an den El Escorial agespaart, wou hien awer fortlafe konnt.

Hien hëlt un der Schluecht vun Espinosa de los Monteros deel, wou hien alt erëm gefaange gëtt, mä gëtt awer nees fräigelooss. Hie reest duerch England an d'däitsch Staaten a geet eréischt 1814 nees a Spuenien zréck wou hie Lieutenant-Colonel an der Arméi gëtt.

Wärend den 10 absolutistesche Jore schléisst hie sech de Fräimaurer a Liberale bei enger Verschwörung géint de Ferdinand VII. un. 1819 schéckt de Kinnek zéng Bataillounen a Südamerika fir d'Opstänn néierzeschloen, an den del Riego ass un der Spëtzt vum Asturesche Batailloun. Mä nodeem hien zu Cádiz ukënnt, start hien den 20. Januar 1820 eng Meuterei a verlaangt datt d'Konstitutioun vun 1812 nees agefouert gëtt. Dëse Konflikt geet als Spuenesche Biergerkrich an d'Geschicht an. Dem del Riego seng Truppe marschéieren duerch Andalusien an der Hoffnung en anti-royalisteschen Opstand erauszefuederen, mä d'Bevëlkerung zitt net mat. En Opstand a Galicien huet do méi Erfolleg, an am Mäerz 1820 ass de Kinnek gezwongen, d'Fuederungen z'akzeptéieren.

Den del Riego gëtt zum Feldmarschall ernannt a Kapitän-Generol vu Galicien. Den 8. Januar 1821 ënnersteet him Aragon an hien zitt weider op Saragossa. Am Juni bestit hie sech mat der Maria Teresa del Riego y Bustillos. De 4. September 1821 gëtt hien no engem mëssgléckte republikanesche Putsch beschëllegt, Republikaner ze sinn, an agespaart. Well hien awer sou beléift ass, gëtt hien no Demonstratiounen erëm fräigelooss an 1822 an d'Cortes Generales gewielt.

Am Dezember 1822 um Kongress vu Verona gouf beschloss datt e republikanescht Spuenien eng Gefor fir Europa duerstelle géif, a Frankräich soll nees eng absolut Monarchie aféieren. De 7. Abrëll 1823 marschéieren d'Fransousen a Spuenien an. Den del Riego leet d'drëtt Arméi an ufanks schéngt och alles gutt ze lafen. Mä hie gëtt bedrunn an de 15. September festgeholl. Hie gëtt de 7. November 1823 higeriicht.

DHimno de Riego gouf zu sengen Éieren geschriwwen.




#Article 274: Mabinogion (190 words)


Mabinogion ass eng Sammlung vun Erzielungen, déi op mëndlech iwwerliwwert Traditioun vu walisesche Barden zréckginn.

Den Numm kënnt vun engem Mëssverständnes vun der éischter englescher Iwwersetzerin, der Lady Charlotte Guest. Si hat an enger Geschicht dat walisescht Wuert mabynogion fonnt, an ass dovun ausgaangen, et wier d'Méizuel vum walisesche mabinogi, dat sengersäits vu mab (Jong, Bouf) géif hierkommen. Aner Fuerscher sinn der Meenung, et géif vun der keltescher Gottheet Maponos ofstamen.

D'Mabinogion besteet aus véier Geschichten, déi Déi véier Äscht vum Mabinogi genannt ginn:

Fir d'éischt Kéier sinn dës Geschichten am 14 Joerhonnert néiergeschriwwe ginn am The White Book of Rhydderich (Llyfr Gwyn Rhydderch) an am The Red Book of Hergest (Llyfr Coch Hergest).
Zanter der éischter Zesummestellung vun der Lady Guest, si siwen aner Geschichte mat dobäikomm; véier dovun erziele Material aus der walisescher Traditioun.

D'Erzielungen Culhwch an Olwen an Den Dram vum Rhonabwy hu Literaturhistoriker intresséiert, well si Uspillungen op d'Artusso maachen. D'Geschicht Den Dram vum Macsen Wledig ass eng romantiséiert Geschicht iwwer de réimesche Keeser Magnus Maximus.

Déi dräi aner Geschichte si walisesch Fassongen aus der Noperschaft vun der Artusseechen, déi och beim Chrétien vun Troyes opdauchen.




#Article 275: Rendolepsis (409 words)


Rendolepsis ass e Lëtzebuerger Film vum Marc Barnig aus dem Joer 2003.

D'Emma fënnt um Späicher e Schlëssel an en aalt Buch, andeems iwwer Rendolepsis riets geet. Well et der Bedeitung vun deem mysteriéise Wuert op de Fong wëll goen, mécht d'Emma sech zesumme mat senger Frëndin Eva op de Wee op Huelmes, wou et Indikatiounen aus dem Buch no eventuell méi gewuer kéint ginn. D'Awunner vun Huelmes behuelen sech zwar relativ gelungen, mä si hëllefen deenen zwéi Meedercher andeems se se bäi d'Anna schécken, déi déi eelst Fra aus dem Duerf ass. Déi mécht och den Androck, wéi wa se eppes mat deem geheimnisvolle Wuert Rendolepsis ufänke kéint, mä wéi se vum Schlëssel héiert, dréit se duerch a wëllt deen onbedingt u sech bréngen. D'Meedercher lafe séier fort a probéieren hiert Gléck am Schlass vum Duerf. Mä et gëtt ze séier däischter a se mussen zréck an d'Duerf, wou de Wiert se mat anerem Jonken zesummen an engem Gemeinschaftsraum schlofe léisst. Nuets ginn d'Meedercher wakreg a mierken, datt all déi aner aus dem Raum am Gaang sinn, sech aus dem Stëbs ze maachen. Si ginn hinnen no, an d'Schlass erop, an e Raum...

Flashback en etlech Joer zréck an der Zäit. D'Geschicht vum Auteur vum geheimnisvolle Buch gëtt erzielt an et kënnt een sou op d'Spuer, wat Rendolepsis eigentlech ass a watfir Onheel doduerch scho passéiert ass.

An nach en Zäitspronk, déi Kéier erëm zréck bis bal un den Ufank vum Film. Déi ganz Geschicht gëtt nach eng Kéier komplett en Detail gewisen, mä déi Kéier aus der Perspektiv vun den Awunner vun Huelmes, déi effektiv méi iwwer Rendolepsis wëssen, wéi se de Meedercher géinteniwwer zougi wollten. Zum Schluss fënnt och de Schlëssel säi Schlass, mat alle Konsequenze wat dat mat sech bréngt.

D'Geschicht u sech ass intressant an eenegermoosse spannend opgebaut, wann ee vu laangotmege Momenter, besonnesch am Ufank a wärend dem ganzen zweeten Zäitspronk, emol ofgesäit. Dëse Film ass zwar eng kommerziell Produktioun, mä trotzdeem vun Amateure mat ganz einfache Moyenen op d'Been gesat. Sou sinn z. B. vill Dialoger relativ steif, a mat Ausnam vun der Anna als al Fra sinn all d'Rolle vun den eeler Leit mat Jonktem an ale Kleeder besat. Et däerf een also definitiv net Hollywoodstandard erwaarden, mä dat schéngt de Groussdeel vum Public an de Kinossäll och net gemaach ze hunn, well do krut de Film deelweis ganz encourageant Echoen.

De Film ass bei Koler Movies Lëtzebuerg op DVD erauskomm. 




#Article 276: Fred Junck (301 words)


De Fred Junck gebuer de 26. Mäerz 1942, a gestuerwen den 10. Februar 1996 an der Stad Lëtzebuerg war e Cinéphile, Filmsammler a Grënner vun der Stater Cinemathéik.

De Fred Junck koum al Alter vun 12 Joer op Paräis an e Pensionnat. Do huet e seng Passioun fir de Kino entdeckt an all Fräigang benotzt, fir an de Kino ze goen. Mat 18 Joer ware seng Kenntnesser iwwer de Film sou grouss, datt en an der Tëlevisiounsemissioun La tête et les jambes, virun 8 Milliounen Nokuckerten, den Haaptpräis vun enger hallwer Millioun Al Franséisch Frange gewonnen huet.
 
En huet seng Première am Lycée Henri IV gemaach an duerno Journalismus a Film um Institut des Hautes Études Cinématographiques studéiert. Do war hie mam Barbet Schroeder a mam Bertrand Tavernier zesummen an der Klass.

Fir säin obligatoresche Militärdéngscht ze maachen, koum hien 1968 zréck op Lëtzebuerg. Duerno huet en 1969 en Documentaire iwwer den amerikanesche Generol George S. Patton gedréit an als Filmkritiker op der Televisioun an an der geschriwwener Press geschafft. 1969 war e Producteur Associé vum Barbet Schroeder sengem Film More, an 1972 dréint e L'Europe en marche, hommage à Robert Schuman.

Vun 1973 un war de Fred Junck am Kulturministère agestallt. 1975 war en ee vun de Grënner vun der Cinémathèque du Luxembourg A.s.b.l., wou Filmer, déi en doruechter gesammelt huet, gewise goufen. Dës Projectioune goufen am Kino Vox an der Stad gemaach. 1977 ass de Fred Junck an de Service Culturel vun der Stad Lëtzebuerg gewiesselt, a knapps duerno gouf d'Cinemathéik als Cinémathèque de la Ville de Luxembourg an d'Strukure vun der Stad integréiert.

De Fred Junck hat elo d'Méiglechkeet, Filmer doruechter opkafen ze kënnen, an huet bannent just e puer Joer eng international unerkannte Sammlung zesummegestallt, déi vun den Hollywood-Klassiker iwwer B-Filmer bis hin zu rare Stommfilmer reecht.




#Article 277: Fathi Arafat (130 words)


De Fathi Arafat gebuer 1933 zu Kairo, a gestuerwen den 1. Dezember 2004 zu Kairo) war e palestinensesche Politiker an de Brudder vum Jassir Arafat.

De Fathi Arafat, vu Beruff Dokter, huet an Egypten, Kuwait an a Jordanien gelieft. Hie war Member vum Nationalrot vu Palestina an Éierepresident vum palestinensesche Rouden Hallefmound. 1968 war hie Matgrënner vum Palestinensesche Rouden Hallefmound. De Fathi Arafat huet fir all d'Palestinenser déi am ganzen Noen Oste liewen ee Gesondheetssystem opgebaut.

Am Joer 1994, no dem Oslo-Ofkommes, ass hien an d'Gazasträif geplënnert, an huet do fir déi nei Palestinensesch Autonomieverwaltung vu sengem Brudder geschafft. 2001 huet hien aus Gesondheetsgrënn vu senger Funktioun als President vum palestinensesche Rouden Hallefmound demissionéiert.

De Fathi Arafat ass den 1. Dezember 2004 a sengem Haus zu Kairo u Mokriibs gestuerwen.




#Article 278: Soziale Mindestloun (119 words)


De Soziale Mindestloun ass en Instrument dat dem Legislateur erméiglecht, d'Verdeelung vum nationale Revenu ze steieren.

De Code du Travail zu Lëtzebuerg seet am Artikel L.222-1, datt all Salarié, deen eng normal physesch an intellectuell Aptitude huet, ouni Ënnerscheed zum Geschlecht, Recht op de soziale Mindestloun huet. Den Niveau vun deem Loun gëtt duerch Gesetz sou festgeluecht, datt en dem Salarié erlaabt un der ekonomescher Entwécklung vum Land deelzehuelen.

Fir de soziale Mindestloun festzeleeën, ginn zwéin Haaptcritèren a Betruecht gezunn, an zwar den Alter vum Beschäftegten a seng Qualifikatioun.

De Soziale Mindestloun déngt am Sozialsystem och dacks als Basis fir d'Berechnung vun anere finanzielle Leeschtungen oder Obligatiounen, wéi z. B. Festleeë vu Mindest- a Maximalcotisatiounen fir Krankekeesen, Unfallrenten asw.




#Article 279: Michelangelo Antonioni (134 words)


De Michelangelo Antonioni war en italieenesche Filmregisseur. Hien ass den 29. September 1912 zu Ferrara an Italie gebuer an den 30. Juli 2007 zu Roum gestuerwen.

Dem Antonioni seng Filmer L'aventura a La notte, zwéi schwaarz-wäiss Filmer, si bei de Filmkritiker héich gelueft ginn. Duerno huet e mat Il deserto rosso e Film gemaach, deen a wonnerbare Faarwe gedréint ass, obschonn en eng Welt weist déi duerch d'Industrie an aner Aflëss ëmmer méi verknascht.

Nom Succès vum Film Blow-Up huet hien an den USA de Film Zabriskie Point gedréint, dee bei de Kritiker a bei de Spectateuren duerchgefall ass.

Vun 1985 un ass den Antonioni deelweis geläämt an e ka wéinst engem Hireschlag och net méi schwätzen. Staark behënnert huet hien duerno nach just Kuerzfilmer, a mat Hëllef vum Wim Wenders e Laangfilm gedréint.




#Article 280: Kleeschen (1206 words)


Kleeschen ass de Lëtzebuerger Numm vum hellegen Niklos (Nikolaus/Saint Nicolas/Sint Niklaas; dofir och: Zinniklos), deen der Traditioun no an der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember de Kanner Kaddoe bréngt. Zu Lëtzebuerg hunn d'Kanner aus der Grondschoul de 6. Dezember wéinst Kleeserchersdag schoulfräi.

Zanter 2019 steet Niklosdag op der Lëscht vun der immaterieller Kulturierfschaft vun der UNESCO.

Als Personnage vun der Zäitgeschicht war de Kleeschen e Bëschof zu Myra (a Klengasien, haut an der Tierkei) an der éischter Hallschent vum 4. Joerhonnert. An der Chrëschteverfolgung vun 310 ass hie gefaange geholl a gefoltert ginn. Hie war 325 um éischte Konzil vun Nicäa mat derbäi. Soss ass iwwer säi Liewen awer wéineg bekannt. Dat huet sécher d'Legendebildung favoriséiert.

Den Nikolaus vu Myra gëtt souwuel an der orthodoxer wéi an der kathoulescher Kierch als Hellege veréiert. Säin Dag ass de 6. Dezember. A Russland ass den Hl. Niklos deen am meeschte veréierten Hellegen no der Maria. Zu Roum verbreet sech säi Kult vum 8. Jh. un a vun do aus an Europa.

Datt hien an a ronderëm Lëtzebuerg vill veréiert gëtt (et gëtt ë. a. vill Kierchen déi him geweit sinn), kënnt dohier, datt seng Reliquien den 9. Mee 1087 vu Myra op Bari an Italie koumen. Bari ass nach haut mat senger Basilica di San Nicola eng Héichbuerg fir d'Veréierung vum Kleeschen an dat souwuel fir déi kathoulesch wéi fir déi orthodox Chrëschten. Vun do koum e Fanger op Saint-Nicolas-de-Port an der Meurthe-et-Moselle eng ronn 120 km vu Lëtzebuerg ewech. Do gëtt de Fanger an der Niklos-Basilika versuergt.

Vum 12. Joerhonnert u spillt d'Nikloskierch um Krautmaart eng bedeitend Roll an der Stad. Wéi déi Kierch baufälleg war, gouf 1778 déi haiteg Kathedral dem Hl. Niklos geweit. Dofir steet och bis haut seng Statu iwwer dem Haaptportal. Un hien erënnert och de Nikloskierfecht um Glacis.
Zu Veianen gëtt et nieft der Nikloskapell och den Niklosbierg. Weider Nikloskierchen oder Nikloskapelle gëtt et zu Habscht, Heesdref, Héischdref, Holz, Housen, Koplescht, Lampech, Méchelbuch, Méischtref, Ollem, Roudemer, Réimech, Soller, Weiler, Zëtteg an zu Zolwer. Zu Réimech gëtt et d'Niklospaart an hien ass och de Patréiner vun der neier Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas.

Och déi Griichesch-orthodox Kierch Weiler zum Tuer ass dem Hellege Niklos geweit.

Hie gëllt als de Patréiner vun de Kanner, Séileit an Händler.

Den Niklos ass och de Patréiner vu Vëlker wéi Russen, Kroaten a Serben a vu Regioune wéi Süditalie mat Bari a vu Loutrengen mat Saint-Nicolas-de Port. Zu Roum huet all Vollek seng Nationalkierch, do gëtt et och déi kleng Barockkierch hanner der Piazza Navona fir d'Loutrenger San Nicola déi Lotaringi.

Eng ganz Rëtscht vu Legenden erziele vum hellegen Niklos sengem Handelen. Zwou hu ganz besonnesch d'Duerstellungsweis vum Hellegen an der Konschtgeschicht beaflosst:

Vun dëser zweeter Legend gëtt et och eng vum Georges Schmitt op Lëtzebuerg transposéiert Versioun a Gedichtsform D'Seeche vum Zinniklos aus dem Joer 1944, déi dës Evenementer op d'Festungsstad Lëtzebuerg iwwerdréit.

D'Traditioun vum Kleeschen als deen, deen de Kanner Kaddoe bréngt, ass am Streech tëscht Nordfrankräich (St. Nicolas), de Benelux-Länner (an Holland an a Flandern heescht e Sinterklaas) an de kathoulesche Géigende vun Däitschland, der Schwäiz an Éisträich, bis eriwwer a Polen (Święty Mikołaj) verbreet. Fir d'lëtzebuergesch Kanner kënnt en aus dem Himmel; fir déi kleng Hollänner mat engem Schëff aus Spuenien (vu wou en och Orangë matbréngt). 

De Kleesche gëtt gewéinlech als en ale Mann mat engem laange wäisse Baart a Bëschofs-Gezei, mat enger Mitra (dem spatze Bëschofshutt) an engem Bëschofsstaf mat engem spiralfërmegen Opsaz duergestallt. Meeschtens huet hien e rout Gewand un.

Dacks ass de Kleesche vum Houseker, engem däischtere Gesell begleet, deen op Franséisch: Père Fouettard, op Hollännesch Zwarte Piet (Schwaarze Péiter) an op Däitsch Knecht Ruprecht, Schmutzli (an der Schwäiz) oder Krampus (an Éisträich an a Bayern) genannt gëtt. D'traditionell Verdeelung vun de Rollen ass kloer: de Kleesche belount déi Kanner, déi brav waren (wat hien an e gëllent Buch geschriwwen huet), an den Houseker gëtt deenen, déi net brav waren, eng Rutt. Wann de Kleeschen eleng ënnerwee ass, huet en e klenge schnéiwäissen Ieselche bei sech, deen de Sak mat de Schneekereien a Kaddoen dréit.
Konkurrenz kritt de Kleeschen hautdesdaags vum Personnage vum Weihnachtsmann/Père Noël, deen op Chrëschtdag an deenen anere Géigende vu Frankräich a vun Däitschland, mä och am engleschsproochege Raum ënner dem Numm Santa Claus eng änlech Roll spillt. Duerch d'Medien an duerch d'Asetze vun deem Personnage fir Reklammen duerch Geschäfter fënnt en och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Verbreedung a suergt alt emol fir Duerchernee bei de Kanner an Erklärungsnéit bei den Elteren.

Fir de Kleeserchersdag, wéi de 6. Dezember och nach zu Lëtzebuerg genannt gëtt, gëtt et eng ganz Rëtsch vun Traditiounen.

Um Virowend vum Festdag passéiert de Kleesche mat sengem donkele Gesell duerch d'Dierfer a besicht d'Kanner. E freet no, ob d'Kanner sech dat lescht Joer geschéckt hunn. Wa se brav waren, kréie se vum Kleeschen Orangen, Nëss, Schockela a Kaddoen. Hu se sech awer net geschéckt, kréie se vum Houseker eng Rutt.

Éier d'Kanner dann an d'Bett ginn, stelle s'e Kierfchen, en Teller oder e Schong virun d'Dier. Fréier hu se och nach e Grapp voll Hee dernieft geluecht, fir dem Kleesche säin Iesel. Den anere Moien, um eigentleche Festdag, ass de Kierfche resp. de Schong voll mat Schneekereien a Spillgezei.

A verschiddenen Uertschafte gouf et fréier speziell Traditiounen. Bekannt ass zum Beispill, wéi d'Leit vun Helsem gefeiert hunn. Dëst beschreift den Edmond de la Fontaine sou: 

Deeg a Woche virum 6. Dezember gëtt a ville Stied a Gemenge vum Land e Kleesechersëmzuch organiséiert oder eng besonnesch Kleeserchersfeier. A ville Butteker an a Betriber ass en ze gesinn, fir de klengen a grousse Kanner eng Titchen (mat Schneekereien) ze ginn. Dacks kënnt de Kleeschen och an d'Schoulen oder an d'Lycéeën. D'Schüler vun der Première feiere sou gär en Deel vun hirem Ofschloss a bréngen déi ganz Schoul a Kleeserchersstëmmung.

Et gëtt verschidde Lidder, déi d'Kanner ëm Niklosdag sangen:

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen 
Bréng eis Saachen, allerhand, 
Fir ze kucken, fir ze schmaachen, 
Aus dem schéinen Himmelsland. 
Bei der Dier do stinn eis Telleren 
Beieneen an enger Rei 
'T läit och Hee do fir Däin Iesel 
Dofir bréng ons Spillgezei. (bis)

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen, 
bréng ons Saachen allerlee,
mir eng Pëppchen, an eng Wéichen, 
onsem Charly eng nei Lee!
Dann nach eppes fir de Mëndchen, 
domat sinn ech extra frou,
sou e klenge Schocklasbëndchen 
gëff mir Kleeschen heemlech zou. (bis)

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen, 
bréng ons Saachen schéin a gutt,
bréng e Päerd mir an eng Gäissel, 
wéi dir där am Himmel hutt!
Mat Kamellen eng kleng Tiitchen, 
Äppel, Biren, Hieselnëss,
awer maach och, gudde Kleeschen, 
dat's de d'Mama net vergëss. (bis)

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen, 
lauschter och wat d'Mamm dir seet,
maach mir frou meng häerzeg Kanner, 
't ass fir mech déi gréisste Freed.
Laang nach looss se Kanner bleiwen, 
't ass déi schéinst, déi glécklechst Zäit,
well d'Erënnerung un déi Stonne 
grad wéi Gold um Liewe läit.(bis)

(Text vum Willy Goergen a komponéiert vum Pëppy Beicht)

Kanner, loosst mer lëschteg sen,
Well de Kleesche kënnt geschwënn:
Kleesche, Kleesche, léiwen Zinniklos,
Deen s du d'Kanner gären hues,
Héier ons hell'gen Niklos!

Nach eemol ginn ech schlofen,
dann ass den Dag schonn do:
Dann ass dee léiwen Zinniklos 
Mat senge Saachen do.




#Article 281: Ancien Régime (959 words)


Ancien Régime nennt een a Frankräich d'Period vum François I. (1515) bis zu der Franséischer Revolutioun.

D'Leit follegen dem Kinnek, well hien de Jong vun engem Kinnek ass, dee fir säin Tour erëm de Jong vun engem Kinnek war etc. D'Legitimitéit kënnt also aus der Traditioun. Fir Kinnek ze ginn, muss ee bestëmmt Critèren erfëllen. Et ass een den eelste legitime Jong vun engem Kinnek, well a Frankräich nëmmen d'männlech Linn d'Kinnekswürd weiderleede kann. Eng Kinnigin, sou wéi et se a Groussbritannie gëtt, ass a Frankräich net méiglech. Falls keen direkte Nokommen do ass, geet d'Kroun un den nächste männleche Verwandten, also e Brudder, e Cousin....

A Frankräich gëtt et dann och nach dräi ongeschriwwe Gesetzer déi zu gläicher Zäit d'Muecht vum Kinnek begrënnen, an och limitéieren. D'Salescht Gesetz seet wie Kinnek ka ginn, a kann als konstitutionell Limitt vun der kinneklecher Muecht ugesi ginn. Den Domaine royal ka weder verkaaft nach verlount ginn. Am 16. Joerhonnert kënnt d'Iddi op, datt de Kinnek muss kathoulesch sinn, e Problem dee mam Henri IV. opgedaucht ass, dee jo eigentlech Protestant war.
Dës Gesetzer sollen awer net als Konstitutioun verstane ginn, d'Konstitutioun gëtt et eréischt säit der Franséischer Revolutioun, als Akt vum Wëlle vum Vollek.

De Kinnek vu Frankräich ass Kinnek duerch de Wëlle vu Gott. Weltlech gesinn ass de Kinnek de Lieutenant de Dieu sur Terre. Dat gëtt him natierlech eng aussergewéinlech Muecht, well domat ass hien och nëmme viru Gott responsabel. Hie muss sech theoreetesch weder viru senge Sujeten, nach viru Roum rechtfertegen.

De Kinnek ënnerstëtzt eng bestëmmt Tendenz wann et ëm d'Kierch geet, nämlech de Gallicanismus, eng besonnesch Eegenschaft vun der franséischer Kierch. Obwuel si sech streng un d'Dogme vun der Réimesch-Kathoulescher Kierch hält, sou ass si dach onofhängeg vu Roum.

De Kierper vum franséische Kinnek ass geweit. Éier en neie Kinnek säin Amt unhëllt, kënnt et zum sougenannte Sacre an der Kathedral vu Reims, wou de Kinnek viru Gott a senge Vëlker schwiert, nom Gesetz ze regéieren, e gudde Katholik a gerecht ze sinn. Dës Zeremonie gëtt dem Kinnek d'Kraaft, Krankheeten ze heelen. Je te touche, Dieu te guérit.

De franséische Kinnek besëtzt all d'Prerogativen (Gesetzer festsetzen an duerchsetzen, judiciaire Pouvoir) an all droits régaliens (Steieren erhiewen, Krich ufänken a Fridde schléissen). Am Ancien Régime gëtt et keng Tripartitioun oder e Gläichgewiicht an de Pouvoiren.

De Kinnek ass d'Quell vun all Justiz. Am Laf vum 15. a 16. Joerhonnert huet sech eng komplex Administratioun vun der Justiz opgebaut, déi fir de Kinnek an am Numm vum Kinnek d'judiciair Chargen iwwerhëlt.

De Kinnek ass d'Gesetz. Keen aneren Organismus huet d'Recht Gesetzer ze verfaassen ausser de Kinnek selwer, wat natierlech e grousse Pouvoir duerstellt. All legislativen Text ass ënnerschriwwe mat de Wieder car tel est notre bon plaisir. Plaisir ass awer hei am Sënn vu Wëllen ze verstoen, an huet näischt Arbitraires. D'Wuert Gesetz gëtt et am Ancien Régime allerdéngs net. D'legislativ Texter loosse sech opdeelen an Ordonnancen, Edikter an Arrêts du Conseil. De Kinnek gëtt heibäi vun zwou Instanzen ënnerstëtzt, den États généraux an de Parlamenter.

Am Prinzip gouvernéiert de Kinnek eleng, ass also quasi säin egene Premier Minister sou wéi dat beim François Ier, Henri IV. a Louis XIV. de Fall war. Natierlech kann de Kinnek och een als säi principal ministre designéieren, sou wéi de Richelieu ënner dem Louis XIII. oder och nach den Turgot ënner dem Louis XVI. A Fäll vu Minoritéit vum Kinnek kënnt et zu sougenannte Régenceen, déi beim Vollek ëmmer ganz schlecht ugesi waren.

Am Ancien Régime gëtt et verschidde Steieren, direkter an indirekter, déi d'Keess vun der Monarchie fëllen.

De globale Montant vun der Taille gëtt vum Conseil du Roi festgesat. D'direkt Steiere gi vu Fonctionnairë vun der Monarchie agesammelt. Bei den indirekte Steiere wier dat z'opwänneg an deier gewiescht, dofir gouf op d'Ferme zréckgeraff. Déi Organisatiounen (den Numm kënnt vun affermer, huet also näischt mat engem Baurenhaff ze dinn) këmmere sech ëm d'Asammele vun den indirekte Steieren.

D'kinneklech Muecht ass op regionalem oder lokalem Niveau duerch déi sougenannt Intendante vertrueden. Déi héich zäitlech kommissionéiert Beamten hunn administrativ, riichterlech a finanziell (= steierlech) Pouvoiren.

Den Ancien Régime ass gezeechent vun demographesche Krisen. All 10-15 Joer kënnt op en Neits eng Kris op, wou d'Mortalitéit sech vervéierfacht, an d'Gebuerten zréckginn. Dës Krisen daueren deelweis nëmme 6 Méint, deelweis haen se awer och bis zu zwee Joer un, jee no Regioun.

Et gëtt verschidde Grënn fir dës Krisen. Engersäits, bei enger schlechter Rekolt, feelt et u Liewensmëttel. Schlecht ernährte Leit si méi ufälleg fir Krankheeten, a sou verbreede sech d'Epidemien. Am 17. Joerhonnert kënnt et zu enger schlëmmer Kris an de Joren 1692-94, déi ëm déi zwou Milliounen Affer fuerdert. Am 18. Joerhonnert loossen d'Krisen awer lues a lues no, a 1720 ass déi lescht grouss Peschtepidemie zu Marseille. Dëst bréngt mat sech, datt am 18. Joerhonnert d'Bevëlkerung a Frankräich, wéi och an Europa allegemeng an d'Luucht geet. Am Joer 1700 gëtt et eng ronn 100-120 Milliounen Awunner, 1790 sinn et der 140 Milliounen. Déi spektalurärsten Hausse huet Groussbritannien opweises, wou sech d'Bevëlkerung quasi verduebelt vu 6 Milliounen op 11-12 Milliounen Awunner.

Demographesch gekuckt ass Frankräich am Ancien Régime e Ris. Ee vu véier Europäer ass Fransous. Dat erkläert dann natierlech och d'militäresch Kraaft vum Land am 18. Joerhonnert a wisou Frankräich wärend der Revolutioun a wärend de Napoleonesche Kricher soulaang resistéiere konnt.

Traditionell ass d'Gesellschaft am Ancien Régime an dräi gedeelt. Et ass eng ongläich Gesellschaft mä déi Uerdnung gëtt bis zur Revolutioun net a Fro gestallt, et ass eng vu Gott gewollt Uerdnung. Allerdéngs gëtt et eng grouss sozial Mobilitéit tëscht deenen dräi Stänn. D'Adelegung ass zum Beispill ganz heefeg an déi gëtt et schonn zanter dem Mëttelalter.

Fir déi dräi Stänn, kuckt wgl. déi respektiv Artikele Klerus, Aristokratie an Tiers État.




#Article 282: Le club des chômeurs (147 words)


Le Club des Chômeurs ass e Lëtzebuerger Film vum Andy Bausch aus dem Joer 2002.

Stolkris, dat heescht fir vill Leit am Minett op eemol am Chômage ze sinn. Fënnef Kolleegen hu Gefalen un där neier Situatioun fonnt an hu sech geschwuer, fir ëmmer an éiweg als Chômeuren op dem Staat seng Käschten ze liewen - och wann et heiansdo méi Schweess kascht, der Aarbecht aus dem Wee ze goen, wéi eng unzehuelen. Dofir hu si de Club des Chômeurs gegrënnt...

E Film iwwer den industrielle Süde vu Lëtzebuerg, Chômeuren, Indianer, Léift a Verrot, e grousse Coup an och e klenge Problem. Dat Ganzt gewierzt mat enger décker Portioun Humor, riichteraus, wéi dat am Süde sou Usus ass.

Dem CNA no gouf Le club des chômeurs vun am Ganzen 32.315, respektiv 33.816 Leit gesinn.

Dëst war, bis 2018, de Rekord vum lëtzebuergesche Film mat deene meeschte Spectateuren.




#Article 283: Pol Cruchten (198 words)


De Pol Cruchten, gebuer den 30. Juli 1963 zu Péiteng a gestuerwen den 3. Juli 2019 zu La Rochelle, war e lëtzebuergesche Filmproduzent, Dréibuchauteur a Filmregisseur.

De Pol Cruchten war ëmmer e begeeschterte Cinephile. 1978 huet hie gehollef de Ciné-Club des Jeunes de la Ville de Luxembourg ze grënnen. No sengem Studium op der École supérieure d'études cinématographiques zu Paräis an der Sektioun « réalisation » huet e fir verschidden Zeitungen a Radioen als Filmkorrespondent geschafft.

Vun 1990 un huet hien haaptsächlech fir Videopress geschafft, fir déi hien 1992 och de Film Hochzäitsnuecht gedréint huet. Dee Film gouf um Festival vu Cannes an der Sektioun Un certain regard gewisen. Am Januar 1993 krut de Film de Max-Ophüls-Präis.

Am Joer 2001 konnt de Pol Cruchten sech en Dram erfëllen. Hien huet de Film Boys on the Run an den USA mat dem Ron Perlman an enger Haaptroll gedréint.

Nieft de Fiktiounsfilmer huet de Pol Cruchten och Documentairen zu sozialen a politeschen Theme gemaach: Never die young ass en atypeschen Documentaire zum Theema Drogen, a La supplication beschäftegt sech mat der Atomkatastroph vun Tschernobyl, a baséiert um Buch vun der Literatur-Nobelpräisdréiesch Swjatlana Alexijewitsch.

Säi leschte Film war Justice Dot Net.




#Article 284: Erna Hennicot-Schoepges (323 words)


DErna Hennicot-Schoepges gebuer de 24. Juli 1941 zu Diddeleng, ass eng Lëtzebuerger Politikerin a Musekerin.

D'Erna Hennicot-Schoepges ass Éierendokter vun der Sacred Heart University Luxembourg an dem Miami University John E. Dolibois European Center. Si ass bestuet a Mamm vun dräi Kanner.

D'Erna Hennicot-Schoepges huet Musek a Kombinatioun mat Philosophie a Literatur op follgende Schoule studéiert: Conservatoire royal de musique de Bruxelles, École normale supérieure de Paris, Mozarteum zu Salzbuerg an um Centre universitaire zu Lëtzebuerg.

Si huet hir berufflech Carrière als Museksprofessesch um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen an huet sech als Pianistin eng zolidd Renommee als Begleederin geschaf. Si huet vill Pianosrezitaler ginn an ass zesumme mat dem RTL-Orchester opgetrueden.

Ënner dem Pseudonym Colette war si zéng Joer laang Mataarbechterin vu Radio Lëtzebuerg, wou si Musekssendunge moderéiert huet.

Vun 1976 bis 1987 war si am Gemengerot vu Walfer a vun 1988 bis Januar 1995 Buergermeeschtesch vun där Gemeng.

Tëscht Juli 1989 a Januar 1995 war si Presidentin vun der Chamber an domat déi éischt Fra an dëser Positioun.

Nieft der Chamber war si och Member vun aneren Assembléeën:

Vum Januar 1995 bis 1999 war si an der Regierung Juncker-Poos Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung, Ministesch fir Kultur a Ministesch fir Kultus. No de Wale vun 1999 gouf si Ministesch fir Kultur, Héichschoulerzéiung a Fuerschung, a Ministesch fir ëffentlech Bauten an der Regierung Juncker-Polfer. An deenen zwou Regierungsperioden war si delegéiert Ministesch fir d'Francophonie.

Vun 1979 bis 1988 war d'Erna Hennicot-Schoepges Presidentin vun de Chrëschtlech-Soziale Fraen a vum Februar 1995 bis am Januar 2003 Presidentin vun der CSV.

Vun 2004 bis 2009 war d'Erna Hennicot-Schoepges Deputéiert vum Europäesche Parlament.

Vum 10. November 2009 bis Enn 2013 war si Member am Staatsrot, si huet dunn op d'Mandat verzicht. Hiren Nofollger gouf den LSAP-Politiker Christophe Schiltz.

D'Erna Hennicot-Schoepges ass a Stëftungen engagéiert, déi sech mat dem interkulturellen Dialog, dem interreliéisen Dialog an den europäesche Kulturrouten. Doriwwer eraus ass si a follgenden Organisatiounen engagéiert:




#Article 285: Robert Goebbels (155 words)


De Robert Goebbels gebuer den 3. Abrëll 1944 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker.

No senger Ausbildung huet de Robert Goebbels als Journalist geschafft a war vun 1972 bis 1974 President vun der Association luxembourgeoise des journalistes (ALJ). 

Tëscht 1976 a 1984 an dann erëm vun 2000 u war de Robert Goebbels am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. 
 

Bei de Wale vun 1999 gouf de Robert Goebbels als Deputéierten an d'Europäescht Parlament gewielt. Do gouf hie Vizepresident vun der Partei vun den Europäesche Sozialisten. Seng Schwéierpunkte si virun allem wirtschaftlech a Finanz-Dossieren.

Bei de Wale vun 2004 an deene vun 2009 gouf en erëmgewielt.

De Robert Goebbels huet seng eegen Talk-Show, déi um .dok diffuséiert gëtt.

Hie war Generalkommissär vum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2010 zu Shanghai.

Vun Abrëll 2016 bis Juni 2020 war hie President vum Verwaltungsrot vu Luxembourg Freeport.

Schonn zu Liefzäite gouf hien zu Schengen mat enger Strooss geéiert.




#Article 286: Astrid Lulling (193 words)


DAstrid Lulling, gebuer den 11. Juni 1929 zu Schëffleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin.

D'Astrid Lulling huet tëscht 1953 a 1955 Wirtschaftspolitik op der Universitéit zu Saarbrécken studéiert. 
Si war vun 1949 bis 1963 Sekretärin a Redaktesch vum Lëtzebuerger Arbechter-Verband (LAV).

Vun 1963 bis 1971 war d'Astrid Lulling Presidentin vun de Sozialistesche Fraen an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP).

Vun 1989 u war si, bis Mee 2014, Deputéiert vum Europäesche Parlament. Do war si och schonn 1965 bis 1974 Member. Den 20. Juli 2004 gouf d'Mme Lulling Questeur vum Europaparlament. Am Mäerz 2014 huet hir Partei decidéiert, se net méi op d'Wallëscht fir d'Europawalen 2014 opzesetzen.

Och lokal war d'Astrid Lulling an hirer Heemechtstad Schëffleng engagéiert: Tëscht 1970 an 2000 war si do am Gemengerot, déi éischt 15 Joer dovun als Buergermeeschtesch.

Zesumme mat hirem Neveu Jérôme Lulling huet si eng Serie op YouTube publizéiert, fir Lëtzebueresch ze léieren.

D'Astrid Lulling ass Commandeur de l'ordre de la République italienne, Grand officier de l'Ordre de Mérite a Grand officier de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1996), Officier de la Légion d'honneur, a gouf mam Order of Brilliant Star, dem zweethéchsten taiwanesche Verdéngschtuerden ausgezeechent.




#Article 287: René Deltgen (202 words)


De René Deltgen gebuer den 30. Abrëll 1909 zu Esch-Uelzecht a gerstuerwen den 29. Januar 1979 zu Köln, war e lëtzebuergesche Schauspiller, dee seng Schauspillercarrière an Däitschland gemaach huet.

Ugefaangen huet de René Deltgen seng Filmcarrière 1935 mam Film Das Mädchen Johanna, deen iwwer d'Jeanne d'Arc goung. Bis 1944 huet hien eng ganz Rëtsch Filmer gedréint, an deenen e meeschtens Abenteuerer gespillt huet. 1939 gouf e vum Joseph Goebbels zum (nazi-däitschen) Staatsschauspieler ernannt.

Nom Iwwerfall op Lëtzebuerg hunn d'nationalsozialistesch Besatzer den Deltgen a seng Bekanntheet fir Propagandazwecker agesat; op Plakater huet en z. B. d'Lëtzebuerger Kanner opgeruff, der Hitlerjugend bäizetrieden. Hien huet sech no 1945 selwer der Lëtzebuerger Justiz gestallt, gouf awer net verurteelt.

Nom Zweete Weltkrich hat den Deltgen nach e puer Succèsen am Kino, z. B. mat Der Tiger von Eschnapur vum Fritz Lang an Das indische Grabmal. Méi Erfolleg hat en an den 1950er Jore mat Radios-Lauschterspiller, wéi der Francis Durbridge-Serie, wou en den Detektiv Paul Temple gespillt huet.

An den 1960er Joren huet en d'Titelfigur vun den Edgar-Wallace-Filmer Der Hexer (1964) an Neues vom Hexer (1965) gespillt. 1977 war en den Alm-Öhi an enger Heidi-Verfilmung.

De René Deltgen ass 1979 zu Köln u Kriibs gestuerwen an do begruewen.




#Article 288: Hans-Peter Schwarz (171 words)


Den Hans-Peter Schwarz gebuer den 13. Mee 1934 zu Lörrach), als Jong vun engem Schoulmeeschter, ass ee vun de bedeitendsten däitschen Historiker a Politikwëssenschaftler; hien ass emeritéierte Ordinarius fir Wëssenschaft vun der Politik an Zäitgeschicht op der Universitéit Bonn.

De Schwarz huet Politologie, Literaturwëssenschaft a Geschicht zu Basel an op der Univeritéit vu Freiburg am Breisgau studéiert, wou hien e Schüler vum Arnold Bergstraesser war. 1958 huet en zu Tübingen promovéiert, a vun 1966 bis 1973 war en Ordinarius fir Politologie op der Uni zu Hamburg, vun 1973 bis 1987 zu Köln an zanter 1987 zu Bonn. 1970 war hie Gaaschtprofesser zu Oxford an 1975/6 um Woodrow Wilson International Centre für Scholars, Washington, D.C..

Hien ass mam Karl-Dietrich Bracher an Horst Möller Editeur vun den Vierteljahreshefte für Zeitgeschichte.

Dann ass hie nach President vum wëssenschaftleche Bäirod vum Institut für Zeitgeschichte zu München, a President vum Wissenschafliches Direktorium des Forschungsinstituts der Deutschen Gesellschaft für Auswärtige Politik zu Bonn. Zanter 1984 ass hie Comitésmember vun der Konrad-Adenauer-Stiftung.

Den Hans-Peter Schwarz krut ënner anerem:




#Article 289: Juliette Faber (119 words)


DJuliette Faber war eng franséisch Schauspillerin mat lëtzebuergeschen Originnen. Si ass den 19. Mäerz 1919 zu Gréiwemaacher gebuer, an den 13. Juli 2008 zu Pontoise (Val d'Oise) gestuerwen.

Hire Papp ass dräi Méint virun hirer Gebuert un der spuenescher Gripp gestuerwen. Am Joer 1923 huet hir Mamm sech fir d'zweet mat engem franséischen Offizéier bestuet. Dräi Joer laang huet si du mat hiren Elteren zu Sainte-Menehould gewunnt, fir duerno op Perpignan ze plënneren.

D'Juliette Faber huet Piano studéiert, an duerno huet si Art dramatique gemaach.

Zu Paräis gouf si fir den Theater entdeckt a si krut 1938 hir éischt Filmroll ugebueden. Nieft dem Theater huet si bis 1952 a ville Filmer matgespillt. Duerno ass hir Schauspillercarrière méi roueg verlaf.




#Article 290: Three Stooges (219 words)


DThree Stooges war eng US-amerikanesch Komikergrupp, déi besonnesch bekannt gouf wéinst hiren iwwer 200 Kuerzfilmer vun 1930 bis an d'60er-Joren.

Richtegen Numm: Harry Moses Horwitz
Gebuer: 19. Juni, 1897
Gestuerwen: 4. Mee, 1975
Aktiv als Stooge: 1922, 1926, 1929-1971

Richtegen Numm: Louis Feinberg
Gebuer: 5. Oktober, 1902
Gestuerwen: 24. Januar, 1975
Aktiv als Stooge: 1925-1926, 1929-1971
De Larry Fine ass zu Philadelphia am Pennsylvania gebuer. Seng Elteren, de Joseph Feinberg an d'Fanny Lieberman haten eng kleng Bijouterie mat Auerenatelier. De Larry hat zwéi Bridder, de Morris an dee jéngsten, de Phililip, dee scho fréi gestuerwen ass an eng Schwëster, d'Lila, déi spéider Léierin gouf.

Als Kand hat de Larry sech den Aarm mat Saier aus sengem Papp sengem Atelier verbrannt, an en huet missen eng Hauttransplantatioun gemaach kréien. Doropshin huet e geléiert Gei spillen; dat sollt seng Armmuskulatur stäerken. Spéider huet en och geboxt, fir e bësse Suen ze verdéngen.

Richtegen Numm: Jerome Lester Horwitz
Gebuer: 22. Oktober, 1903 
Gestuerwen: 18. Januar 18, 1952 
Aktiv als Stooge: 1934-1946

Richtegen Numm: Samuel Horwitz
Gebuer: 4. Mäerz, 1895 
Gestuerwen: 22. November, 1956 
Aktiv als Stooge: 1922-1925, 1929-1932, 1947-1956

Richtegen Numm: Joe Besser
Gebuer: 12. August 12, 1907 
Gestuerwen: 1. Mäerz, 1988 
Aktiv als Stooge: 1955-1958

Richtegen Numm: Joseph Wardell
Gebuer: 12. Juli, 1909 
Gestuerwen: 3. Juli, 1993 
Aktiv als Stooge: 1958-1971




#Article 291: Jacques Poos (167 words)


De Jacques F. Poos, gebuer den 3. Juni 1935 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker a Banquier.

No senger Première am Kolléisch huet de Jacques Poos Commerce an Ekonomie op der HEC vu Lausanne studéiert.

No de Chamberwale vum 10. Juni 1979 war d'LSAP net méi un der Regierung bedeelegt an de Jacques Poos ass Deputéierte bliwwen. Hie gouf Direkter vun der Banque Continentale an duerno vun der Banque Paribas.

Als fréieren Direkter vum Tageblatt, ass hien am Juni 2013 net op d'Honnertjoerfeier vun deem Blat gaangen.

An engem oppene Bréif un d'Daniele Fonck, Direktesch vun der Zeitung, wërft hien hir an dem Alvin Sold, deen hie mam Marine Le Pen vergläicht, eng regierungsfeindlech, antieuropäesch a populistesch Politik vir, déi net nëmmen der Zeitung mä och der LSAP géif schueden. Si géifen d'Tageblatt just nach als Forum fir Trotzkisten, Neokommunisten an aner Mélenchoniste mëssbrauchen. De Jacques F. Poos fillt sech och vu senger fréierer Zeitung zensuréiert.

De Jacques Poos ass bestuet an huet dräi Kanner.




#Article 292: Senta Berger (111 words)


DSenta Berger, gebuer den 13. Mee 1941 zu Wien, ass eng éisträichesch Schauspillerin a Filmproduzentin.

Mat 5 Joer huet d'Senta Berger Ballet geléiert a wollt spéider Schauspillerin ginn. Si war duerno um Max-Reinhardt-Seminar.

De Film huet si awer méi ugezunn wéi den Theater, a vun 1959 un huet si ee Film nom anere gedréint.

D'Senta Berger huet eng international Filmcarrière, si huet a Filmer zu Hollywood, an Italien, Frankräich, Däitschland an Éisträich gespillt, mat Regisseure wéi Bernhard Wicki, Sam Peckinpah, Volker Schlöndorff a Wim Wenders. Si war d'Partnerin vu Schauspiller wéi Kirk Douglas, Charlton Heston, James Coburn, Lilli Palmer a Götz George.

Zanter 2003 ass si Presidentin vun der däitscher Filmakademie




#Article 293: Colette Flesch (357 words)


DColette Flesch gebuer de 16. Abrëll 1937 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin a fréier Sportlerin.

Wärend hirer Schoulzäit huet si e Schüleraustausch an d'USA gemaach, an huet sech dunn och decidéiert, do ze studéieren. Um Wellesley Women's College an op der Fletcher School of Law and Diplomacy am Massachusetts huet si Politik an Ekonomie studéiert.

Vun 1964 bis 1969 war d'Colette Flesch Verwaltungsrot am Sekretariat vum Conseil vun den Europäesche Communautéiten zu Bréissel.

Am Dezember 1968 waren zu Lëtzebuerg virgezunne Walen an d'Colette Flesch gouf fir d'Demokratesch Partei an d'Chamber gewielt.

Vun 1969 bis 1980 a vun 1984 bis 1989 war si Deputéiert an der Chamber. Och am 
Europaparlament war si tëscht 1969 an 1980, tëscht 1984 an 1985, a vun 1989 bis 1990.

D'Colette Flesch war Generalsekretärin (1976-1980) a Presidentin (1981-1989) vun der DP. Si ass och eng Zäit laang Presidentin vun der Europäescher Federatioun vun de Liberalen, Demokrateschen a Reformparteie gewiescht.

Vun 1971 bis 1980 war se Member vum Verwaltungsrot vun der Banque Générale du Luxembourg.

Vun 1980 bis 1984 war se an der Regierung vum Pierre Werner Vizepremier, Ausseministesch, a Ministesch fir Aussenhandel, Kooperatioun, Wirtschaft, Kleng- a Mëttelbetriber a Justiz.

Tëscht 1990 an 1999 war d'Colette Flesch General-Direktesch an der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir Kultur, Kommunikatioun a Sport, duerno fir den Iwwersetzerdéngscht.

Vun 1999 bis 2004 war si nees Europa-Deputéiert. Vun 2004 bis 2009 war si Deputéiert an der Chamber.

Vum 1. Januar 1988 bis den 31. Dezember 1999 war si Conseiller vun der Stad Lëtzebuerg an duerno war si do Schäffin. 2007 huet si dat Mandat un d'Lydie Polfer ofginn.

An de 60er Jore war d'Colette Flesch eng erfollegräich Fechterin. Si war e puermol Landesmeeschterin an huet Lëtzebuerg dräimol op den Olympesche Spiller vertrueden: 1960 zu Roum, 1964 zu Tokyo an 1968 zu Mexiko-Stad. Si gouf 1967 lëtzebuergesch Sportlerin vum Joer.

Si war och Generalsekretärin a Presidentin vun der Fédération luxembourgeoise d'escrime a Member vum lëtzebuergeschen Olympesche Comité.

D'Colette Flesch ass d'Enkelin vum Auguste Flesch. Si ass gepacst an huet keng Kanner.

Si huet den Éierendoktortitel vun der Tufts University a vun der Miami University (Ohio) an de Vereenegte Staate vun Amerika.




#Article 294: Daniel Wiroth (157 words)


Den Daniel (Dan) Wiroth, gebuer den 13. September 1969 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur, virun allem vun Animatiounsfilmer.

Den Dan Wiroth, deen aus enger Kënschtlerfamill kënnt, wiisst zu Lëtzebuerg an zu Bréissel op, a studéiert zu Bréissel op der Konschthéichschoul La Cambre Animatiounsfilm.

Wärend sengem Studium realiséiert e verschidde Kuerzfilmer: La révolte, Berlin 2017, Ombres méfiez-vous a Crucy-Fiction. Crucy-Fiction leeft 1995 um internationale Filmfestival vu Bréissel a kritt doruechter eng Dose Präisser.

Era Mela Mela (2001) ass eng Mëschung aus Live- an Animatiounsfilm vum Dan Wiroth, déi um Festival vun Namouer presentéiert gouf.

If not why not (2003), fir d'Tëlees-Chaîne Arte gedréint, ass eng gefilmt Mise en scène vum Choreograph Akram Khan a sengem Ensembel, déi e modernen Danz opféieren, dee sech um klasseschen indeschen Danz Kathak inspiréiert.

Hie schafft fir RTL Télé Lëtzebuerg.

Den Daniel Wiroth krut de Lëtzebuerger Filmpräis 2003 als beschte Nowuess-Realisateur a fir de beschte Kuerzfilm (If not why not).




#Article 295: Otto Braun (161 words)


Otto Braun, gebuer den 28. Januar 1872 zu Königsberg (haut Kaliningrad) an Ostpreisen a gestuerwen de 15. Dezember 1955 zu Locarno an der Schwäiz, war en däitsche Politiker (SPD) an der Weimarer Republik.

Als Ministerpresident vum Freistaat Preisen war de Braun staark doru bedeelegt, d'republikanescht Bollwerk Preußen an der Weimarer Republik opzebauen. Am Géigesaz zur Räichspolitik geléngt et him a Preisen, eng gréisstendeels stabil Regierung z'etabléieren. A seng Amtszäit fält ënner anerem d'Transformatioun vun der ëffentlecher Verwaltung ënner demokrateschen Aspekter.

De Braun, deen dacks als Rouden Zar vu Preisen bezeechent gouf, ass souwuel en iwwerzeegte sozialen Demokrat wéi och e Preis. Hie bedreift eng resolut an decidéiert Reformpolitik, déi ëmstridden ass, mä ëmmer am Kader vun der Legalitéit bleift. D'Grenze vun all deem ginn him um Enn vun der Weimarer demonstréiert. Nom Preiseschlag an der Muechtergräifung vum Hitler gëtt seng Reformpolitik nämlech séier a grëndlech revidéiert. Dem Braun seng Versich, mat legale Moossnamen dem illegale Virgoen entgéintzetrieden, bleiwe wierkungs- a bedeitungslos.




#Article 296: Rivaner (245 words)


Rivaner (fréier: Riesling-Sylvaner) ass eng Wäisswäin Riefzort, déi zanter ongeféier 1925 op der Lëtzebuerger Musel ugebaut gëtt.

D'Riefzort geet op eng Kräizung zréck, déi vum Hermann Müller aus dem Schwäizer Kanton Thurgau gemaach gouf. D'Riefzort, déi aus dem Sämling 58 ervirgaange war, sollt eng Kräizung tëscht Riesling a Sylvaner sinn, a gouf dofir Riesling-Sylvaner genannt.

Si gouf 1913 ëmbenannt a Müller-Thurgau, wéi en an Däitschland komm ass.

Ënnersichunge vum Ferdinand Regner vum Lehr- und Forschungszentrum Klosterneuburg an der Eva Zyprian vum Institut für Rebenzüchtung Geilweilerhof hu festgestallt datt d'Riefzort aus enger Kräizung tëscht Riesling a Madeleine Royale ervirgaangen ass.

Weltwäit gëtt de Müller-Thurgau op bal 45 000 ha (1999) ugebaut, dovu ronn 17 300 ha an Däitschland.

Idealerweis gëtt de Rivaner an engem schwéiren, déiwe Buedem ugebaut. Well e relativ liicht unzebaue ass an d'Récolte am allgemenge reegelméisseg an héich ass, ass et eng Zort déi relativ vill ugebaut gëtt.

De Wäin, deen aus der Rivanerdrauf gemaach gëtt huet en niddregt Oechslegewiicht an ass dofir e liichte blummege Wäin, deen dacks als einfachen Dëschwäin oder am Café gedronk gëtt. En huet gemenkerhand eng blatzeg, liicht giel Faarw an ass mëttelméisseg sauer.

An den 1920er Joren huet de Rivaner ëmmer méi den Elbling ersat, dee séngerzäit staark ënner der Rieflaus gelidden hat. Och wann den Ubau vum Rivaner an de leschte Joren zréck gaangen ass, sou ass en 2013 op der Lëtzebuerger Musel mat 330,46 ha 
(25,52%) awer nach déi Zort, déi am meeschten ugebaut gëtt




#Article 297: Walter Civitareale (150 words)


De Walter Civitareale, gebuer den 2. August 1954 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergesche Pianist a Komponist.

Hien huet säi Museksstudium um Conservatoire National Supérieur de Musique zu Paris beim Pierre Sancan, dem Jacques Parrenin am Pierre Max Dubois gemaach. 1979 ass hien um Conservatoire Tchaïkovski zu Moskau ugeholl ginn, wou hie Piano, Kompositioun, Orchestratioun an Direktioun studéiert huet.

De Walter Civitareale huet verschidde Wierker fir Orchester, Kammermusek, Pianoswierker an och e Ballet komponéiert. 1984 huet hie säi Concerto fir Piano zu Moskau am Kader vum Mee-Festival opgefouert. Säi Concerto Humoristique fir Bassklarinett an Harmoniesorchester ass um Mee-Festival 1988 zu Leningrad uropgefouert ginn.

Zanter 1983 huet de Walter Civitareale eng Partie Tournéeen duerch Europa gemaach an huet bei verschiddene Radiosopname matgewierkt. Hien huet och mam Cellist Daniil Chafran a mam Orchester vu Leningrad gespillt.

De Walter Civitareale ass Professer fir Piano um Stater Conservatoire.

Säi Brudder, de Felice Civitareale ass Trompettist.




#Article 298: Marco Pütz (423 words)


De Marco Pütz, gebuer de 16. Mäerz 1958 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Saxophonist a Komponist.

Hien huet säi Studium am Conservatoire vun Esch a vu Lëtzebuerg gemaach. Duerno huet hie sech um Conservatoire Royal de Bruxelles perfektionéiert, wou hie säin Ofschloss (Diplôme Supérieur) avec grande distinction am Fach Saxophon an avec la plus grande distinction an der Kammermusek krut. Um Conservatoire Royal de Liège huet hien e Premier prix d'harmonie  an e  Premier Prix de direction d'orchestre kritt.

De Marco Pütz huet iwwer 90 Wierker komponéiert, dovu ronn 43 fir Harmoniesorchester an 8 fir Sinfonieorchester. D'Majoritéit vu senge Wierker gi bei Bronsheim Music an De Haske (Holland) publizéiert. Aner Editeure sinn: Maecenas (GB), Edition-Tonger (D), Hal Leonard (USA), H.Lemoine a Sempre Più (F). Seng Wierker si bis haut op ronn 60 CDen enregistréiert ginn. Zanter 2004 huet de Marco Pütz och verschidde Wierker fir Sinfonie- a Sträichorchester geschriwwen, déi bei der Schwäizer Edition Kunzelmann éditéiert sinn.

International Unerkennung krut de Marco vun 1995 un, wéi hien den éischte Präis vum Concours International Clarinet Association Composition Contest an den USA mat sengem Quatuor pour clarinettes gewonnen huet.

Am Juni 2017 krut hien d'Plaquette d'Honneur vun der Union Grand-Duc Adolphe fir seng Verdéngschter ëm d'Blosmusek iwwerreecht.

Am Oktober 2017 krut hien zu Arnhem (NL) den ' 2017 BUMA International Brass Award ' fir seng Kompositiounen am Allgemengen, a méi speziell fir säi Bäitrag zur Blosorchesterliteratur iwwerreecht.

Seng Kompositioune ginn uechtert d'Welt opgefouert, an et fënnt ee s'an de Programmhefter vu sou grousse Festivaller wéi: Festival International d'Echternach (L), Rencontres d'Ensembles de Violoncelles de Beauvais (F), Les Quatuors à St. Roch (Paris), Festival Radenci (Slov.), WASBE-Konferenzen (Jönköping, Singapur, Killarney an Cincinnati), RSAMD/Glasgow, 'World Music Contest' zu Kerkrade (NL, 2001/2003/2005/2009/2013/2017), CBDNA-Konferenz (Greensboro, USA/2013),EuropArt (Bréissel, 2016, 2017, 2018), asw.

Vun 1986 (zanter 1980 als Chargé de cours) bis 2018 war de Marco Pütz Professer fir Saxophon, Kammermusek an Instrumentatioun um Stater Conservatoire.

Hien huet vun 1979 u vill Concerten als Saxophon-Solist (Recitallen, Duo mat Perkussioun oder Solist mat Orchester) ginn, dorënner 6 Concerten a Russland. 1988 huet hien den éischte klasseschen CD (Saxophon Arias) zu Lëtzebuerg erausbruecht.

Vun 1981 bis 2006 war hie Saxophoniste-renfort beim Orchestre philharmonique du Luxembourg an huet, an där Zäit, déi meescht vun de bekannte Saxophon-Soli am Orchester gespillt an och e groussen Deel dovun enregistréiert.

De Marco Pütz ass Grënnungsmember vum Quatuor de Saxophones de Luxembourg (1982-2006), mat deem hie Concerten am Land an am Ausland gespillt huet. En huet och mat deem Ensembel 1998 eng CD enregistréiert.

(* = Pedagogesch Stécker)




#Article 299: Sidonie Goossens (523 words)


DSidonie Goossens gebuer den 19. Oktober 1899 zu Liscard op Mersey; a gestuerwen de 15. Dezember 2004 zu Reigate am Surrey, am Alter vun 105 Joer, war eng brittesch Harfspillerin.

Hir Famill staamt aus der Belsch. Hire Grousspapp, den Dirigent Eugène Goossens ass am 19. Joerhonnert aus der Belsch an England geplënnert an huet sech zu Liverpool néiergelooss. Säi Jong, den Eugène Aynsley Goossens, gouf och Orchesterdirigent.

Si war dat jéngst Kand vu fënnef. No Course bei der Miriam Timothy, huet se mat 16 Joer fir d'éischt ëffentlech gespillt. 1921 huet hir Schwëster Marie an de Proms gespillt a si war un der zweeter Harf. 1923 gouf se vun der BBC engagéiert an ass kuerz drop duerch d'USA op Tournée gaangen.

No enger Zäit vu reegelméissegen Optrëtter am Covent Garden ënner dem Sir Thomas Beecham an dem Bruno Walter ass si vum Adrian Boult 1930 invitéiert ginn, fir beim BBC Symphony Orchestra matzemaachen, deen de Boult wollt grënnen. Sou ass si Grënnungmember an éischt Harfspillerin ginn. Si hat sech schonn 1924 mat dem Hyam Greenbaum bestuet, engem Violonist, Komponist a Musekarrangeur, deen 1942 am Alter vun 41 Joer duerch Alkoholismus gestuerwen ass. Hien ass ni doriwwer ewech komm, datt hire Bouf bei der Gebuert gestuerwen ass.

Mat dem neigegrënnte BBC-Orchester huet si ënner deene berüümtsten Dirigente gespillt, dem Arturo Toscanini, dem Willem Mangelberg, Richard Strauss,Serge Koussewitzky, Felix Weingartner an dem Bruno Walter. Si war och bei der éischter Plackenopnam mat dobäi. Am Zweete Weltkrich ass si mat dem ganzen Orchester op Bristol geplënnert, eng Stad, déi kuerz drop vun nazidäitsche Fliger bombardéiert gouf. Si war Chef-Harfspillerin vum BBC Symphony Orchestra vun 1930 bis zu hirer Pensioun, 50 Joer méi spéit. 1924 war si déi éischt, déi an enger Radiosendung en Harfsolo gespillt huet.

Géint d'Enn vum Krich huet se sech mat engem schotteschen Zaldot bestuet, dem Norman Millar, genannt Bumps, dee méi spéit dem Beecham säi Manager fir de Royal Philharmonic Orchestra gouf. Si hunn e 400 Joer aalt Bauerenhaus no bei Reigate am Surrey kaaft, wou se Schwäin an Hénger geziicht hunn. No dem Millar sengem Doud (1991) ass d'Sid, wéi se vu gudde Frënn genannt gouf, do wunne bliwwen.

An der 60er Joren ass si mat dem BBC-Orchester ënner dem Pierre Boulez nach ronderëm d'Welt gereest: 1966 an d'USA, 1967 a Russland an a Japan am Joer 1975.

Wéi den Orchester seng 50 Joer gefeiert huet, ass e Galaowend organiséiert gi fir d'Sidonie Goossens, déi als eenzege Museker vun Ufank un dobäi war, ze feieren. Dee Gala gouf vum G. Roshdestvensky dirigéiert. D'Joer drop huet si opgehalen. 1991 huet se d'Gwinneth Jones an engem eegenen Arrangement vun The Last Rose of Summer an der Last Night of the Proms begleet.

Am Alter hat si e puermol e Schlag kritt, awer hire Geescht war kloer bis zum Enn. Si war just geplot mat Tinnitus, wat besonnesch fir e Museker eng schlëmm Laascht ass.

Hiren 100ste Gebuertsdag gouf an der Wigmore Hall gefeiert. Sechs Harfspiller, dovun e puer vun hire Schüler, hunn hir e Ständche gespillt. Um Programm stoungen, ënner anerem, Wierker vun hirem verstuerwene Mann, dem Bumps, a vun hirem Brudder Eugène.




#Article 300: Veräiner an Organismen (132 words)


De Begrëff Veräin (Réckbildung aus vereenen) bezeechent eng Organisatioun, an där sech Persounen zu enger bestëmmter gemeinsamer, duerch Statute festgeluechter Aktivitéit, zum Austausch iwwer oder zum Ausliewe vu bestëmmte gemeinsamen Interessien, oder änlechem zesummegeschloss hunn.

An Däitschland kënne sou Gruppéierunge sech als eingetragener Verein (agedroene Veräin) registréiere loossen, fir als juristesch Persoun optrieden ze kënnen. Zu Lëtzebuerg hu mer keng speziell legal Form fir Veräiner, si mussen op d'Form vun enger Association sans but lucratif zréckgräifen, fir eng juristesch Persoun ze ginn.

Wann e Veräin sech net registréiere léisst, dann ass en eng reng Association de fait, wat ënner anerem bedeit, datt en als Veräin net viru Geriicht goe kann, an datt déi eenzel Membere fir hir Doten am Kader vun hirem Veräin selwer responsabel sinn an op d'Geriicht geholl kënne ginn.




#Article 301: Pride and Prejudice (348 words)


Pride and Prejudice ass e Roman vun der englescher Schrëftstellerin Jane Austen.

Ënner dem Titel First Impressions gouf de Roman tëscht Oktober 1796 an August 1797 geschriwwen. Erauskomm ass d'Buch 1813 an enger éischter Oplo vun 1.500, déi direkt ausverkaf waren. A Frankräich koum d'Buch ënner dem Titel Orgueil et Préjugé 1822 an 1832 hat Pride and Prejudice et och bis iwwer den Atlantik gepackt a koum an den USA op de Maart.

Am Roman Pride and Prejudice geet et haaptsächlech ëm d'Bestietnes am fréien 19. Joerhonnert. D'Haaptfigur vum Buch ass d'Elizabeth Bennet, 21 Joer jonk, intelligent, schéin an net op de Mond gefall. Hire Papp, de Mr. Bennet, verbréngt déi meescht Zäit a senger Bibliothéik, virun allem fir datt en net muss mat senger Fra, der Mrs. Bennet schwätzen. D'Mrs. Bennet huet virun allem eng Suerg, an zwar datt hir fënnef Diechter gutt bestuet ginn an net spéider op der Strooss sëtze mussen. D'Land vun de Bennets geet nämlech nom Doud vum Mr. Bennet un de Koseng vun der Famill, well de Mr. Bennet selwer kee männlechen Nokommen huet. Dëse Koseng, de Mr. Collins, ass um Elizabeth intresséiert, mä dat ass awer net géigesäiteg, soudatt fir d'Mamm all Hoffnung verluer ass, datt d'Land an hirer Famill bleift.

De Stot ass ganz aus dem Haischen, wéi e gewuer gëtt datt e räiche jonken Adlege sech an der Noperschaft néierloosse wëll. Dëse Mr. Bingley weist och Interessi um Jane, der eelster vun de fënnef Bingley Duechteren, mä wéi sou dacks huet dëst en Hoken. Dem Mr. Bingley säi beschte Frënd, de Mr. Darcy, ass en houfregen, arroganten Adlegen, deen et net fir néideg fënnt, sech mat den anere Leit vum Land opzehalen. Hien an d'Elizabeth si sech vun Ufank un onsympathesch. De Mr. Darcy kritt dann och de Mr. Bingley iwwerzeegt, datt d'Jane keng gutt Partie ass, an zesumme fuere si zréck an d'Stad. Datt dat dem Elizabeth säi Bild vum Darcy nëmmen nach verschlëmmert, ass kloer. Mä Viruerteler komme jo bekanntlech vun Onwëssen a sou ka sech d'Lizzy nach op eng Iwwerraschung gefaasst maachen, déi sech gewäsch huet.




#Article 302: Jean Asselborn (130 words)


De Jean Asselborn, gebuer de 27. Abrëll 1949 zu Stengefort, ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP). Hien ass zanter 2004, zulescht zanter dem 5. Dezember 2018 an der Regierung Bettel-Schneider-Braz (haut: Regierung Bettel-Kersch-Bausch), Ausseminister vu Lëtzebuerg.

Tëscht 1982 an 2004 war de Jean Asselborn Buergermeeschter vu Stengefort.

Vun 2004 bis 2009 a vun do bis 2013 war de Jean Asselborn Vizepremierminister, Ausseminister a Minister fir Immigratioun an der Regierung Juncker-Asselborn I an II. 2013 huet hien an der Regierung Bettel-Schneider d'Portefeuillë vum Ausseminister a Minister fir Immigratioun an Asyl bäibehalen. Déi selwecht Portefeuillen huet hien zanter 2018 an der Regierung Bettel-Schneider-Braz.

De Jean Asselborn ass mat der Sylvie Huber bestuet, déi och op lokalpoliteschem Plang aktiv ass. Si war am Stengeforter Gemengerot an eng Zäit laang Schäffin. D'Koppel huet zwou Duechteren.




#Article 303: Nicolas Schmit (291 words)


Den Nicolas Schmit, gebuer den 10. Dezember 1953 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker. Den 10. September 2019 gouf hie vun der designéierter Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, zum zukünftege Kommissär fir Beschäftegung ernannt.

Den Nicolas Schmit huet Ekonomie an Droit zu Paräis studéiert a säi Studium mat engem DEA an Internationale Bezéiungen an engem Doktorat an der Ekonomie ofgeschloss.

Tëscht 1978 an 1979 war hie Chargé de recherche an internationale Wirtschaftsbezéiungen op der Universitéit zu Aix.

Vun 1979 bis 1983 war hien Attaché am Staatsministère, ier en dunn als Legatiounssekretär an den Ausseministère gewiesselt ass. 1984 gouf hien dem Jacques Poos säi Kabinettschef.

De 27. Oktober 1991 gouf den Nicolas Schmit Member vum Staatsrot an ass dat bliwwe bis zu senger Demissioun den 30. Juli 2004 fir Member vun der Regierung ze ginn.

Vun 1992 bis 1998 war hien Direkter am Ausseministère an zoustänneg fir auswäerteg Handelsbezéiungen a Kooperatioun.

Tëscht 2004 an 2009 war den Nicolas Schmit Delegéierte Minister am Ausseministère a Ministère fir Immigratioun an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II, war hie vun 2009 bis 2013 Minister fir Aarbecht an Immigratioun.

Hie gouf bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an d'Chamber gewielt, huet awer op säin Deputéiertemandat verzicht, fir op en Neits de 4. Dezember 2013 an der Regierung Bettel-Schneider Minister fir Aarbecht, Emploi a Solidarwirtschaft ze ginn. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien erëmgewielt, huet awer nees der Tess Burton säi Sëtz iwwerlooss, fir 2019 lëtzebuergesche Kommissär an der neier Europäescher Kommissioun ze ginn.

Am Juni 2019 huet hie fir d'Europawale kandidéiert a gouf als ee vun de sechs Lëtzebuerger Deputéierten an d'Europaparlament gewielt.

Den Nicolas Schmit ass bestuet a Papp vu véier Kanner.




#Article 304: Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun (612 words)


Fichier:Logo Luxemburgische Ratspräsidentschaft 2015.svg|thumb|De Logo vun der Lëtzebuerger Presidence 2015

DPresidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun (och alt verkierzt EU-Presidence oder EU-Rotsvirsëtz genannt) bezitt sech op d'Responsabilitéit, déi ee bestëmmte Memberstaat vun der Europäescher Unioun (EU) 6 Méint laang huet, an déi dora besteet, sämtlech Reunioune vum Conseil vun der Europäescher Unioun z'organiséieren an ze presidéieren. Eng wichteg Aufgab ass awer och, bei deene Reunioune Kompromësser auszeschaffen a virzeschloen, fir datt all kënnen d'accord sinn.

Et gëtt net de President vum Conseil vun der Europäescher Unioun, mä et ass all Kéier dee Fachminister aus dem Land, dat d'Presidence huet, dee fir de Sujet, ëm deen et geet, zoustänneg ass. Geet et z. B. ëm e Sujet aus dem Kulturberäich, deen am Juni 2005 am Conseil Bildung, Jugend a Kultur beschwat gëtt, ass et de Lëtzebuerger Kulturminister, deen d'Presidence huet.

Da gëtt et och nach den Europäesche Conseil (dacks EU-Sommet genannt), bei deem gewéinlech véiermol am Joer d'Staats- a Regierungscheffen zesummekommen. Bis 2009 hat dat Land (oder villméi de Premierminister, respektiv de President vun deem Land), dat d'Presidence vum Conseil hat, d'Presidence dovun. Zënterhier gëtt et e permanente President, de President vum Europäesche Conseil (zënter 2014 den Donald Tusk, virdun den Herman Van Rompuy).

Fir datt kee Land sech vun engem anere benodeelegt soll fillen, wiesselt d'Presidence all 6 Méint no engem vum Conseil festgeluechte Rotatiounsschema. Well am Laf vun de Jore méi Memberstaaten dobäikomm sinn, dauert et och méi laang, bis ee bestëmmt Land erëm eng Kéier d'Presidence huet. Well se duerch d'EU-Ausbreedung och ëmmer méi opwänneg gëtt, gëtt et Iwwerleeungen, dee System z'änneren.

Am Traité iwwer eng Europäesch Konstitutioun war virgesinn, datt de Conseilspresident vun de Conseilsmembere fir 2 1/2 Joer gewielt soll ginn, an déi Zäit kee nationaalt Mandat kéint hunn. Well deen Traité Enn 2006 net iwwerall ratifizéiert ass, gouf en neie Rotatiounsprinzip festgeluecht:

D'Presidence gëtt zënter 2007 un vun 3 Länner (e sougenannten Triplet) gedeelt, woubäi all Kéier ee vun deene Memberlänner, déi 2004, resp. 2007 bäigetruede sinn, an engem Triplet dobäi ass. D'Iddi ass, datt sou de Programm op annerhallef Joer festgeluecht ka ginn (déi 3 musse sech ofschwätzen) an net all 6 Méint wiesselt. Och wann d'Presidentschaft gedeelt ass, gëtt s'all Semester engem vun den 3 Länner offiziell zougedeelt.

Lëtzebuerg hat bis ëwell (2015 matgerechent) 12-mol d'Presidence vum EU-Conseil. Dacks goung et dobäi ëm wichteg oder quokeleg Dossieren: 1966 z. B. koum et zum Kompromëss vu Lëtzebuerg, deen der franséischer Politik vum eidele Stull en Enn gemaach huet. D'Presidencë vun 1976 a 1980 ware virun allem vu wärungspoliteschen Theme markéiert: Déi éischt stoung ganz ënner dem Androck vun der Wärungskris vun de Jore virdrun, an déi zweet war geprägt vun der Margaret Thatcher hirem bekannten Ausruff I want my money back! (Ech wëll meng Suen erëm!).

D'Presidence vun 1991 stoung ënner dem Androck vum Éischte Golfkrich an dem Éischte Jugoslawiekrich, mä hei gouf och d'Aarbechtsgrondlag fir dat, wat dat Joer drop zu Maastricht als Traité iwwer d'Europäesch Unioun sollt ënnerschriwwe ginn, ausgeschafft.

Bei der Presidence vun 2005 hunn d'Suen erëm eng wichteg Roll gespillt: Den Euro-Stabilitéitspakt ass reforméiert ginn, an et gouf laang iwwer de Kader vum EU-Budget fir d'Joren 2007-2013 verhandelt, ouni datt et awer zu engem Accord konnt kommen. Dësen ass am Dezember 2005 ënner der brittescher Presidence zu Stane komm.

Bei der Presidence vun 2015 stinn och erëm däreg Dossieren um Programm: D'Staatsscholdekris vu Griicheland (an domat verbonnen de méiglechen Austrëtt vu Griicheland aus dem Euro - de sougenannte Grexit), déi onstabel Relatiounen tëscht der EU a Groussbritannien (an e Referendum iwwer e méiglechen Austrëtt aus der EU - de sougenannte Brexit) an dann nach d'Immigratiounspolitik vun der EU no der Flüchtlingskris.




#Article 305: Star Trek: Insurrection (104 words)


Star Trek: Insurrection ass den ningte Star Trek-Kinofilm an den drëtten, deen op der Fernseeserie  baséiert.

Wéi och am Virgängerfilm  huet den Jonathan Frakes, Duersteller vum William T. Riker, Regie gefouert.

D'Team vun der USS Enterprise NCC-1701-E kënnt engem Komplott op d'Spuer, deen e klengt Vollek vu sengem Planéit verschleefe soll, fir datt d'Vollek vun de Son'a d'Virdeeler vum Planéit fir sech benotze kann. E Starfleet-Admirol ass och un dësem Komplott bedeelegt, allerdéngs géint d'Wësse vun der Federatioun.

Well dës geheim Missioun géint d'Éischt Direktiv vun der Federatioun verstéisst, ass et der Crew vun der Enterprise hir Aufgab, hei anzegreifen an dëse Komplott opzedecken.




#Article 306: Bernard Blier (121 words)


De Bernard Blier, gebuer den 11. Januar 1916 zu Buenos Aires (Argentinien) a gestuerwen den 29. Mäerz 1989 zu Saint-Cloud (Hauts-de-Seine) (Frankräich), war e franséische Schauspiller.

De Bernard Blier war ganz bekannt, obschonn hie ganz seelen d'Haaptroll an engem Film gespillt huet.

Hie war sou gutt am Drama (Série noire) wéi an der Comédie (Le grand blond avec une chaussure noire) doheem. Hien huet mat de gréisste Regisseure wéi Marcel Carné, Henri-Georges Clouzot a Luchino Visconti geschafft. Donieft ass en awer och a Filmer opgetrueden déi sengem Talent onwierdeg waren wéi Du mou dans la gâchette a Le fou du labo 4.

De Bernard Blier huet an iwwer 170 Filmer matgespillt.

De Filmregisseur Bertrand Blier ass dem Bernard Blier säi Jong.
 




#Article 307: Léonie Lamesch (212 words)


DLéonie Lamesch oder Joffer Lamesch genannt, ass eng Lëtzebuerger Comicfigur aus der Serie Superjhemp, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.

D'Joffer Lamesch ass d'Sekretärin vum Charel Kuddel beim Ministère fir Ongeléiste Problemer, Service vun den hoffnungslose Fäll.

D'Léonie ass zu All Zéng am Réiserbann op d'Welt komm. Si ass an de Meedercherslycée um Lompebierg gaangen a war duerno an der Ecole Petitjean fir Sekretariat ze léieren. Se gouf du Sekretärin beim Charel Kuddel. Si trëtt meeschtens op mat engem Koup Dossieren ënner dem Aarm. Am Band Aktioun Réiserbunny ass si plakeg duerch de Réiserbann gelaf, an ass vun do un dem Inspekter Schrobiltgen säi Fantassem. De Superjhemp huet hir en etlechmol d'Liewe gerett, awer si huet ni erausfonnt datt hien de Charel Kuddel ass.

Si deet sech gär flott un, geet vill an de Kino a wa se soss näischt ze dinn huet geet se an de Gerénge Wald joggen.

Et gouf eng Sekretärin déi an enger Staatsverwaltung geschafft huet an do als Joffer Lamesch bekannt war. Déi hat gemengt sech an deem Personnage erëmzëerkennen. Si huet sech beleidegt gefillt an hat dofir d'Auteure vum Superjhemp op d'Geriicht geholl. Wéi se schliisslech agesinn huet datt se sech domat nëmme géif lächerlech maachen huet se hir Plainte zréckgezunn.




#Article 308: Léandre Schrobiltgen (180 words)


De Léandre Schrobiltgen ass eng Figur aus dem Lëtzebuerger Comic Superjhemp.

Hien ass Polizist a schafft zesumme mam Kommissär Harespel. 

De Schrobiltgen ass an Joffer Lamesch verknallt, déi awer guer net an hien. No 20 Joer Déngscht ass hien nach ëmmer Inspekter (zweetniddregste Grad an der Inspekteschkarriär) a schafft am Schiet vum Harespel, deen einfach net a Pensioun wëll goen. De Schrobiltgen an de Superjhemp hu sech géigesäiteg schon dacks gehollef a sinn dofir meeschtens zesummen an all Band ze gesinn. 

Hie fält op mat sengen domme Witzen, iwwer déi hie meeschten nëmme selwer laacht, a mat deenen hien dem Superjhemp och alt mol op de Kachkéis geet. Hien ass doriwwer eraus faarweblann wat net ëmmer kammoud ass, besonnesch fir iwwer eng Kräizung ze goen. Hie sammelt Pompjeesautoen déi dann natierlech och gréng sinn.

Hien huet ëmmer e grénge Kostüm un an ass stolz op seng fënnef rout Hoer, vun deenen hie jiddwerengem en Numm ginn huet an zwar Déifdi, Dousy, Bikki, Mick an Titsch, sou wéi d'Nimm vun de Museker vun der bekannter englescher Band aus de 60er Joren.




#Article 309: Kommissär Harespel (108 words)


De Kommissär Apollon Harespel ass eng Lëtzebuerger Comicfigur déi an all Album aus der Serie Superjhemp, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf, virkënnt. Hien ass de Virgesetzte vum Inspekter Léandre Schrobiltgen.

Seng Devise ass d'Aarbecht hält jonk an dowéinst schafft en nach, obwuel e scho laang an der Pensioun misst sinn.

A senger Fräizäit sammelt en Timberen a këmmert sech ëm säi Gaart. Hie leet ganz vill Wäert op seng Fra, obwuel hie si nach ni gesinn huet.

De Kommissär ass inspiréiert vum Commissaire Sigismond Bourdon aus der BD Ric Hochet, dee sou wéi hien, e karéierte Paltong huet an eng Päif fëmmt.




#Article 310: Il nome della rosa (138 words)


Il nome della rosa ass e Buch vum italieenesche Schrëftsteller Umberto Eco, dat 1980 erauskoum. Souwuel an Italien, wéi och an de Länner, wou an de Joren dono Iwwersetzungen erauskoumen (Der Name der Rose, Le nom de la rose, The Name of the Rose) hat et e grousse Succès.

Et ass inhaltlech eng Zort historesche Kriminalroman, deen 1327 an enger italieenescher Benediktinerabtei spillt, wou et zu mysteriéisen Doudesfäll kënnt. Doriwwer eraus ass et eng lieweg Beschreiwung vum spéide Mëttelalter mat senge politeschen, sozialen a reliéise Konflikter. Ausserdeem si verschidde Passagen éischter e philospopheschen Essay, an et gëtt, bis hin zu den Nimm, Uspillungen op d'20. Joerhonnert (a besonnesch op Italien an den 1970er Joren).

De Roman gouf 1986 vum Jean-Jacques Annaud ënner dem Titel Der Name der Rose (mam Sean Connery als Brudder William vu Baskerville) verfilmt.

...




#Article 311: Nidderkäerjeng (221 words)


Nidderkäerjeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Käerjeng, am Kanton Capellen. Si war bis enn 2011 den Haaptuert vun der fréierer Gemeng Nidderkäerjeng.

Nidderkäerjeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. 
D'Kuer, eng vun deene wéinege lëtzebuergesche Baachen déi zum Meusebaseng gehéiert, fléisst durch Nidderkäerjeng. No beim Rond-Point vun der Biff fléisst d'Mierbaach an d'Kuer.

An der Zäit vum franséische Regime d. h. vum Directoire bis zum Enn vum Premier Empire war Käerjeng Haaptuert vun engem franséische Kanton am Département des Forêts.

D'Geschicht vun der Uertschaft ass enk mat der Geschicht vun der Lëtzebuerger Stolindustrie verwuerzelt. Grad wéi déi aner Gemengen an Uertschaften aus dem Süden huet och Nidderkäerjeng d'Rezessioun am Stolsekteur ze spire kritt, net zulescht wëll vill Awunner op der Schmelz hiert Brout verdéngt hunn.

No dëser Kris huet Nidderkäerjeng sech op industriellem Plang weiderentwéckelt an eng Rei grouss Betriber wéi d'General Motors, d'Luxguard oder nach d'TDK hu sech do néiergelooss.

Am Ufank vum Zweete Weltkrich koum et zu Käerjeng zu Reiwereien tëscht der Wehrmacht a franséischen Truppen. Dobäi hunn den 10. Mee 1940 néng Spahisen aus dem Generol P. Jouffrault senger 1. Spahis-Brigade hiert d'Liewe gelooss. Eng Plack op engem Stee bei der Parkplaz vun der Käerjenger Gare erënnert dorun.

Ee vun de bekanntsten Nidderkäerjenger war de Sculpteur Claus Cito deen zu Lëtzebuerg haaptsächlech wéinst der Gëlle Fra bekannt ass.




#Article 312: Bech (208 words)


Bech ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Bech läit südlech vun der Nationalstrooss 11, tëscht der Schanz an Hierber, op enger Héicht vun ca. 300 m (NG-L).

D'Uertschaft Bech gouf eng éischt Kéier als Becche 862 als Besëtz vum Klouschter Iechternach ernimmt. Iwwer Beche huet sech den Numm zu Bech entwéckelt. 1095 war Bech, zesumme mat Ernzen, Lauterbuer Bollendorf, Steenem an Irrel, ee vun de wichtegste Klouschterhäff vum Klouschter Iechternach.

Tëscht dem 11. an dem 15. Joerhonnert hat d'Häre vu Bech hir Residenz am Duerf. Am 16. Joerhonnert hat de Mayer vum Klouschter déi weltlech Herrschaft do. 1473 goufen 8 Stéit gezielt, 1526 waren et der 10, 1537 just nach 4, an nom Drëssegjärege Krich der nëmme méi 3 Stéit, déi all an der Ënneschtgaass gewunnt hunn, dobäi koumen nach e puer verspreet am Bësch oder um Grasserbierg. 1815 war d'Zuel vun de Stéit op 34 eropgaangen. De Kär vum Duerf ëm d'Ënnescht- an d'Ieweschtgaass huet an der 2. Hallschent vum 19. Joerhonnert ugefaangen, sech auszebreeden: de Faubourg an dNeidierfche si bebaut ginn. Ëm 1900 goufen déi éischt Haiser an der Beierwiss gebaut, an a vun den 1960er Joren u koum Äässe mat bäi, an d'Duerf ass laanscht seng Borde gewuess.




#Article 313: Biekerech (329 words)


Biekerech ass eng lëtzebuergesch Uertschaft, am Kanton Réiden an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Biekerech, vun de Leit aus der Géigend Beekerich genannt, läit um Fouss vun de Sandsteekoppen am Süden, mat den héchste Punkten um Kuelebierg an op der Kräizerbuch. Dëse grousse Wassereservoir mécht sech do duerch ganz vill Quelle bemierkbar déi sou eng gutt Qualitéit hunn datt sech am Huewelerwee eng Industrie installéiert huet, dS.A. des Eaux minérales de Beckerich, déi d'Biekerecher Waasser kommerzialiséiert.

No Westen an no Norden ass den Dall op, an et kann ee bis op déi éischt Éisleker Koppe gesinn.

D'Quellen ëm Biekerech lafen all op Hitten zou fir do als Näerdener Baach weider an d'Pall an dann an d'Atert ze lafen.

Et sinn dat:

De Bauerenhaff, deen net wäit dovun ewech läit, huet den Numm vun dësem Flouer A Kauleks. Den Numm kënnt dohier well de Sandsteen an dësem Eck besonnesch vill Kallek huet a plazeweis schluetwäiss ass.

No de Schrëftstécker gëtt Biekerech am 12. Joerhonnert fir d'éischt genannt.

Ëm 1600 ass d'Existenz vun enger Parschoul zu Biekerech nogewisen.

Am Joer 1673 beleet en Dokument, datt 8 vun 10 Leit Analphabeten am Duerf waren.

Am 17. Joerhonnert hat d'Abtei vun Iechternach Lännereien a Rechter zu an ëm Biekerech.

Am Ancien Régime huet e groussen Deel vun der haiteger Gemeng Biekerech zu der Abtei Notre-Dame vu Clairefontaine gehéiert. De Rescht war am Besëtz vum Priorat vum Mariendall.

Vun 1913 un gouf an der Biekerecher Millen Stroum produzéiert andeems dat aalt Waasserrad duerch eng Turbin ersat gouf. Sou koum et datt Biekerech eng vun den éischten Uertschaften am Land war dat e Stroumnetz hat.

Zanter 1928 gëtt d'Waasser aus der Quell vum Mëlleschbour an d'Waasserleitunge vun der ganzer Gemeng Biekerech gespeist.

D'Uertschaft ass un d'Stroossenetz ugestréckt duerch d'Nationalstrooss N24 déi vun Arel op Dikrech féiert, den CR301 vun Ielwen op Ell an den CR304 vu Biekerech op Réiden op der Atert.

Déi Biekerecher hunn als Spottnimm dBiekerecher Kierfmécher a Biekerecher Suebelmouken.




#Article 314: Bäerdref (372 words)


Bäerdref (lokal: Bäertref, ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Bäerdref läit am Kanton Iechternach op engem Héichplateau, deen (ausser am Südwesten) vun déiwen Däller, déi duerch d'Sauer, d'Schwaarz Iernz an d'Äsbech an de Sandstee gegruewe gi sinn, ëmginn ass. Bäerdref läit am Zentrum vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

Déi éischt Besiidlung vum Bäerdrëffer Plateau geet an déi Jénger Steenzäit zréck (2000-1500 v. Chr.). Am 2.oder 3. Joerhonnert gouf do, wou haut d'Uertschaft ass, e réimeschen Haff ugeluecht (eng Villa Rustica oder och vläicht eng Villa urbana). Den Numm 'Bäerdref' kënnt heivun: Den Haff krut den Numm vu sengem Meeschter a gouf deem entspriechend Beronis Villa - Haff vum Bero - genannt. Spéider gouf dat Wuert Villa duerch säi germanescht/fränkescht Equivalent thorp / dorf / drëf ersat. Och de Flouernumm Op Kaasselt kéint drop hindeiten, datt do emol e réimesche Waachposte (Castellum) stoung.

Dee markantsten Iwwerrescht vun der Villa ass de sougenannte Véiergëttersteen, deen de Sockel vun enger Jupiter-Votivsail war an um héchste Punkt vun der Géigend stoung - do, wou haut d'Kierch steet. Dëse gouf, wéi am 15. Joerhonnert déi éischt Kapell an der Uertschaft gebaut gouf, an dëser ënnerbruecht a war Haaptdeel vum Altor. Wéi den 11. Januar 1831 eng nei Kierch ageweit gouf, ass de Véiergëtterstee matgeplënnert ginn an alt erëm ënner den Haaptaltor stoe komm, wou en och haut nach steet.

Am Zweete Weltkrich huet Bäerdref virun allem an der Ardennenoffensiv ze leide gehat: Zwou Kompanië vum 12. Regiment vun der 4. US-Infanterie-Divisioun, vun der däitscher Offensiv iwwerrascht, hunn e puer Deeg laang ënner dem Kommando vum Captain Steve Lang vum deemolegen Hôtel du Parc aus heroesche Widderstand geleescht, mam Resultat, datt d'Haiser an der Ëmgéigend bal all beschiedegt oder zerstéiert waren.

Ronderëm Bäerdref gëtt et kilometerlaang Trëppelweeër, déi laanscht d'Fielswänn aus Sandstee ginn, wou de Bësch a sengem natierlechen Zoustand belooss ass. Duerch dat fiicht Mikroklima gëtt et do eng besonnesch Vegetatioun (ë. a. eng rar Farenaart, den Hymenophyllum tunbrigense).
 
Bekannt Fielsformatioune sinn de Priedegtstull, de Perekop, d'Huel Lee, de Malakoff-Tuerm, d'Raiberhiel oder dSiweschlëff.

Déi eenzeg Plaz am Land, fir Klammsport ze maachen, ass zu Bäerdref an der Wanterbaach. Fir do kënnen ze klammen, brauch een e Permis vum Ëmweltministère.




#Article 315: Bartreng (296 words)


Bartreng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Iwwer den Tossebierg leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.

Duerch Bartreng leeft vu Westen no Osten d'Péitruss.

Batreng läit beim Kiem vun Orolauneum (Arel) op Augusta Treverorum (Tréier), um Tossebierg war e Relais fir d'Päerd. An der Uertschaft, um Flouer Bei de Rouden Zillen a Buermiicht, si Reschter vun enger gallo-réimescher Villa. Dës gehéiert zanter 1987 zum Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter.

Den Numm Bartreng, respektiv Bertrange huet eng fränkesch Originn, an heescht souvill wéi dem Bert(ho) säint. Uechter d'Joerhonnerte variéiert en tëscht Bertharingen, Bertrig, Birtring, Berthinga, Bertringen fir dann zum haitege Bartreng, respektiv Bertrange oder Bartringen, ze ginn.

Aus der Zäit vum Mëttelalter ass net vill vu Bartreng gewosst. 1548 huet de Gouverneur Pierre Ernest de Mansfeld d'Herrschaft Batreng kaaft, 1562 gouf s'un d'Madeleine de Schauwenburg viruverkaaft. An an der Neizäit, bis zum Enn vum Spueneschen Ierffollegkrich, waren d'Duerf an d'Buerg vu Bartreng, well se no bei der Festung Lëtzebuerg louchen, bei Belagerunge vun dëser, ëmmer nees duerch d'Arméien, déi do hire Camp haten, geplëmmt ginn. Besonnesch am Drëssegjärege Krich ass d'Bevëlkerung, wéi a villen aneren Dierfer doruechter, duerch Hongersnéit, Pescht a Brigange staark erofgaangen.

Am 19. Joerhonnert war Bartreng e Bauerenduerf mat ronn 200 Haiser, an eppes méi wéi 1.000 Awunner. Eng jett sinn der vun an Amerika ausgewandert. Eréischt an der zweeter Hallschecht vum 20. Joerhonnert huet sech d'Situatioun grondleeënd geännert. Ewell huet Bartreng dervu profitéiert, no bei der Stad ze sinn, an d'Awunnerzuel, déi 1945 nach bei ronn 1.300 louch, ass rasant an d'Luucht gaangen: 1973 gouf d'3.000er-Marque iwwerschratt, 1981 déi vu 4.000, 1996 déi vu 5.000, 2005 déi vu 6.000 an ëm 2013/14 déi vu 7.000.




#Article 316: Beetebuerg (131 words)


Beetebuerg ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Süde vum Land an den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Beetebuerg läit am Uelzechtdall do wou d'Diddelengerbaach an d'Uelzecht leeft.

D'Nopeschuertschafte vu Beetebuerg sinn:

D'Gare vu Beetebuerg gehéiert zur CFL-Linn 6 a läit op der internationaler Streck Lëtzebuerg-Dijon.

D'Rangéiergare mat 28 Sënnergleiser gouf an den 1980er Jore gebaut a krut ee Container-Terminal derbäi. Doduerch ass Beetebuerg zu engem wichtege Glidd am internationale Wuerentransport op der Nord-Süd-Achs ginn.

Beetebuerg hänkt um Stroossennetz iwwer d'Dräikantonstrooss an d'N31 an och iwwer den CR132 an den CR163.

Laanscht Beetebuerg mat dräi Uschlëss ginn d'Autobunn A13, an d'Autobunn A3.

Zu der Beetebuerger Mobilitéit gehéieren d'RGTR-Linnen 194, 200, 304, 305 an 307 an de Flexibus vun der Gemeng Beetebuerg deen ee gratis an der Gemeng Beetebuerg benotze kann.




#Article 317: Gemeng Biermereng (136 words)


DGemeng Biermereng war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech. Si huet du mat de Gemenge Schengen a Welleschten, zu der vergréisserter Gemeng Schengen fusionéiert.

Biermereng gouf fir d'éischt Kéier 842 als Boinbringas an engem Dokument vum Keeser Lothar ernimmt. Elweng gouf 739 fir d'éischt Aigevingen genannt. Éimereng gouf 907 fir d'éischt Ombringas genannt.

Tëscht 1659 an 1769 war Biermereng ënner franséischer Herrschaft, zesummen ë. a. mat Munneref, Duelem a Bous, am Géigesaz zum Rescht vum Land, wat als Herzogtum Lëtzebuerg (ofwiesselnd ënner spuenescher, franséischer an éisträichescher Herrschaft) existéiert huet.

De 27. Januar 2010 haten d'Gemengeréit vu Schengen, Biermereng a Welleschten zougestëmmt, eng Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir hir Gemengen ze fusionéieren. Den 10. Oktober 2010 hunn an engem Referenden dozou d'Majoritéit vun de Leit an deene betraffene Gemengen enger Fusioun 2012 zougestëmmt.




#Article 318: Kënzeg (302 words)


Kënzeg (lokal: Kéinzig) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Käerjeng. Bis Enn 2011 war et den Haaptuert vun der fréierer Gemeng Kënzeg.

De Kënzeger hire Spëtznumm ass Fräschefänkerten.

Kënzeg läit op der belscher Grenz no bei de Quelle vun der Äisch, an op der Waasserscheed vum Anzochsgebitt vun der Meuse an dem Rhäin.

Säin héchste Punkt ass um Flouer vu Féngeg um Kues, op enger Héicht vun 395 m.

Kënzeg huet ee ländleche Charakter an et gëtt nach eng Hallef Dose Bauerebetriber am Duerf.

Déi éischt Spuer vun Awunner zu Kënzeg ass an den 1990er Joren entdeckt ginn, wéi eng aristokratesch Grafkummer aus der Zäit vun de Gallier fonnt ginn ass an déi op 200 v. Chr. konnt datéiert ginn.

Schrëftlech gëtt Kënzeg fir d'éischt an der éischter Hallschent vum 8. Joerhonnert an engem Dokument vum Karl Martell ernimmt.

Zu Kënzeg gouf et fréier zwou Millen, d'Peschmillen an d'Schockmillen. D'Peschmille stoung laanscht Falterbaach op der hallwer Streck tëscht der haiteger Rue de la Gare oder Schwämm wéi déi Kënzeger soen, an der Rue des Prés (Am Pad). Vun der Millen ass haut näischt méi ze gesinn. D'Schockmille steet am Ausgank vum Duerf wann een op Grass fiert op der lénkser Säit vum CR110, an ass um Kadasterplang an der Kadastersektioun Section des Moulins agedroen.

Den Numm An der Schwämm kënnt dohier well fréier, ongeféier op der Plaz wou haut de Foussballsterrain ass, e Weier war, an deem d'Äerz gewäsch (geschwämmt) gouf, dat duerno op der Simmerschmelz verschafft gouf.

Där Weiere gouf et och nach um Laf vun der Méinschbaach am Arelerwee. Well déi Weiere just op der Grenz bei der Gossemaark LB052 op lëtzebuergeschem Terrain louchen an och Awunner vun der belscher Uertschaft Séilen do Bounäerz gewäsch hunn, war am Grenzvertrag vun 1844 festgehale ginn datt déi sollte fräien Zougank hunn.




#Article 319: Konsdref (283 words)


Konsdref ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng Konsdref.

Konsdref läit op zirka 350 m, am Oste vum Lëtzebuerger Land, am Kanton Iechternach, am Zentrum vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. 

Prehistoresch a réimesch Entdeckunge loossen drop schléissen, datt Konsdref an engem ale Siidlungsgebitt läit. Konsdref gëtt a verschiddenen Dokumenter aus dem éischte Joerdausend schonn ernimmt: 816 als Cunolphi Villa, 953 als Conolfi Villa. Am Mëttelalter fanne mer d'Bezeechung Consturf. D'Uertschaft huet zum eelste Besëtz vun der Tréierer Abtei Oeren gehéiert an ass bis zur Franséischer Revolutioun Zentrum vun der Oerener Grondherrschaft an dëser Géigend. D'Existenz vun enger Parkierch zu Konsdref ass eréischt 1229 nozeweisen, mä Historiker datéieren den Ursprong vun der Par Konsdref ëm d'Joer 700.

Kuckeswäert ass ënner anerem d'Kierch aus dem 18. Joerhonnert mat hirem goteschen Tuerm aus dem 12./13. Joerhonnert an dem Altor mat der Baartelméis-Statu. Den Tuerm ass als Nationaalt Monument klasséiert.

Iwwer der Agankspaart vum Konsdrëffer Kierfecht ass e gossent Gitter aus den 1920er Jore mat der Opschrëft « Aujourd'hui nous - demain vous » drop. De François Theis deen d'Portal geschaaft huet, wollt domat un déi schwéier Schicksalsschléi vu senger Famill erënneren. Nodeems 1903 an 1910 schonn zwee Kanner vun der Koppel Theis-Meyers gestuerwe waren (August a Peter Theis), sinn am Joer 1919 och nach fënnef vun hire Kanner un der Spuenescher Gripp gestuerwen: d'Ketty (4. Mäerz), d'Angelika an de Wilhelm (12. Mäerz), de Michel an den Nicolas (13. Mäerz).

Konsdref läit an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, a bitt eng ganz Rei vu schéine Promenaden duerch d'Bëscher, mat villen Aussiichtspunkte mat Vue op de Sauerdall an de Mëllerdall. D'Géigend zeechent sech besonnesch duerch aussergewéinlech Fielsformatiounen aus, laanscht déi d'Spadséierweeër féieren (z. B. d'Kuelscheier oder d'Goldfralay).




#Article 320: Dikrech (334 words)


Dikrech (lokal: Dikrich) ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng Dikrech.

D'Stad ass den Haaptuert vum Kanton Dikrech, wéi och vu sengem Distrikt. Dikrech bilt, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.

D'Symbol vun Dikrech ass den Iesel. Zu sengen Éiere steet den Ieselsbuer, entworf vum Bonifatius Stirnberg, an der Groussgaass.

Hiren Numm huet d'Stad dem Vaterländliches Lesebuch für die luxemburger Volkschule 1885 no aus der Zäit vum Karel dem Groussen. Hien huet um Enn vum 8. Joerhonnert Sachsen an d'Géigend vun Dikrech ëmsidele gelooss, fir s'ënnert seng Kontroll ze bréngen. Fir déi heednesch Sachsen zum Chrëschtentum ze bekéieren huet hien dunn zu Dikrech eng Kierch baue gelooss. Duerch den Numm déi d'Sachsen der Kierch ginn hunn (Diet-Kirch = Vollekskierch) ass am Laf vun der Zäit den Numm Dikrech entstanen.

Ënner der Bezeechnung Diecirke gouf d'Stad Dikrech fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.

Schonn an der Réimerzäit gouf et op der Plaz vun der haiteger Alstad e grousse landwirtschaftlechen Haff. Do virdrun huet de Kiem Tongeren-Tréier iwwer d'Sauer gefouert.

Am Mëttelalter hunn d'Dikrecher sech mat Festungsmauere geschützt, mat 8 Tierm a 4 Paarten, virun deenen e Waassergruef war.

Dikrech ass och bekannt duerch säi fréieren Hippodrom, op deem 1895 déi éischt Päerdscourse zu Lëtzebuerg geridde gouf. D'Päerdscourssen, déi do bis zum Zweete Weltkrich, an nach eng Kéier duerno, geridde goufen, waren ëmmer staark besicht.

Déi schwéierst Zäit hat Dikrech, wéi déi meescht Éisleker Gemengen, am Zweete Weltkrich. Zemools am Dezember 1944, wou de ganze Sauerdall d'Südflank vun der Ardennenoffensiv war, gouf et zu Dikrech schwéier Gefechter, bei deenen den Zentrum vun der Stad bal ganz zerstéiert gouf.

Zanter 1955 ass zu Dikrech, um Härebierg, an der eenzeger Militärkasär vum Land, d'Lëtzebuerger Arméi stationéiert.

Zu Dikrech gëtt et e puer grouss Manifestatiounen, déi am ganze Land bis iwwer d'Grenzen eraus bekannt sinn:




#Article 321: Déifferdeng (416 words)


Déifferdeng (lokal: Déifferdang) ass eng Uertschaft an der Gemeng Déifferdeng an eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Déifferdeng läit tëscht den Uertschaften Nidderkuer an Uewerkuer.

Déifferdeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg.

Éischt Spueren déi an der Géigend Déifferdeng fonnt goufe weisen drop hin, datt schonn an der Alsteenzäit Mënschen an där Géigend gelieft hunn. Et goufen och siwe Réng fonnt déi ongeféier vun 800-500 v. Chr. stamen. Am Geschichtscours iwwer Déifferdeng.

Et gouf Nimm mat laténgesche Racinnen, wéi zum Beispill:

	Differtingen (1235)
	Tiffirdingen (1247)
	Thieferdanges (1274)
	Differdenges (1278)

Oder mat franséische Racinnen:

	Thyeferdingen, Thiefferdanges (1468/1469)
	Thifferdanges (1472/1473)

Ausserdeem gëtt et och d'Méiglechkeet, datt den Numm vun verschiddene Personnagen hiergeleet gouf, wei zum Beispill: die Genossen/Sippe des Diefried oder Diefridingen.

D'Klouschter dat vum Alexander vun Zolwer gebaut gouf, gouf eng Zisterzienserinnenabtei. D'Schwësteren hunn haaptsächlech aus lëtzebuergeschen Adelsfamille gestaamt, mä lues a lues hu sech och Nonnen aus der Grenzregioun integréiert.

Wärend dem Drëssegjärege Krich (1618 - 1648) hat d'Abtei grouss Problemer fir weiderzebestoen, well d'Zaldoten vun de feindlechen Truppen alles zerstéiert hunn.

An engem Dokument aus där Zäit heescht et: « Il plairat de considerer que ladite Abbaye exposé sur les frontiers, a souffert des pertes notables durant les guerres par divers fois, et signament depuis l'an 1635. Les Suédois, les Croattes, Hongrois, Polonais, Lorrains, François, et autres ont enlevé les meubles, bestailles, grains et ustensiles. Mesmes les ferrailles des portes et fenestres, le plomb des toicts, tellement que les Dames Religieuses et Domestiques ont esté contraints de se retirer chez leurs parens souvent, et par bonnes espaces de temps, pendant la derniere guerre, on a esté obligé de fournir une somme notable aux François pour la contribution. Leurs censes (fermes) au nombre de quattre sont entièrement bruslees et demolies. La quatriesme partie du Cloitre est tombé, deux autres et la tour de l'Eglise menacent la ruine. »

Déi lescht Äbtissin huet Marie-Madeleine de Gourcy geheescht, soudatt och nach haut d'Fleegeheem ënner dem Numm Fontaine Marie besteet.

Eréischt am Joer 1929 huet d'Gemeng Déifferdeng sech dozou bereet erkläert d'Abtei, déi zu der Zäit scho puermol zur Stee prett stoung, ze kafen an huet dunn e Spidol draus gemaach.

Am Joer 1981 huet dunn de Lëtzebuerger Staat d'Spidol kaf an zanterhier ass et e Fleegeheem ënner der Leedung vum SERVIOR

Eng Rëtsch Gebaier zu Déifferdeng an der Victor-Hugo-, der Niklos- an der Émile-Mark-Strooss goufen an d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl an als Inventaire supplémentaire klasséiert. Och den Agank vun der Minière Thillebierg gouf do agedroen.




#Article 322: Gemeng Diddeleng (452 words)


DGemeng Diddeleng läit am Kanton Esch-Uelzecht an ass eng vun den  Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg.

Zu Diddeleng stoung déi éischt modern integréiert Schmelz vu Lëtzebuerg. Dofir krut d'Stad nach den Numm Forge du Sud.

Diddeleng läit am Nordoste vum loutrengesche Minettsbaséng um Rand vun der Cuesta vum Bajocium am Dall vun der Diddelengerbaach.

De Süde vum Dall, wou grouss Industrieanlage stinn, ass vun Osten hier vun den Héichte vum Doggerplateau begrenzt an no Norden an Nordoste geet en op an den Dall vun der Gander an der Uelzecht.

Am Nordweste steet eng eenzel Kopp de Gehaansbierg, ee sougenannten Ëmlafbierg, mat enger Héicht vu 405 m, op deem Reschter vun enger Buergruin a réimescher Festung ze fanne sinn.

Den héchste Punkt ass op der Grenz vun Téiteng um Kalebierg op 435 m.

Eng besser bekannt héich Plaz ass de Ginzebierg deen eng Héicht vu 424 m (NG-L) huet, an ënner deem op engem Plateau op enger Héicht vu 417,5 Meter den RTLs-Sender steet, deen e bei klorem Wieder op méi wéi 20 km gesi kann.

Den déifste Punkt ass am Thilleweier op der franséischer Grenz op 256 m.

Zu Lëtzebuerg: Helleng, Beetebuerg, Näerzeng, Keel an Téiteng

A Frankräich: Wuelmereng, Kanfen, Zoufftgen an Hoen

Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 krut Diddeleng den Titel Stad. Mat deem Gesetz ginn déi zwee fréier Dierfer Bireng a Butschebuerg an d'Stad mat iwwerholl a sinn haut Quartiere vun Diddeleng.

D'Geschicht vun Diddeleng ass staark markéiert vun der industrieller Entwécklung am Minett. Gläich an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert war Diddeleng eng Héichbuerg vun der Stolfabrikatioun. Et war eng grouss Schmelz mat Héichiewen, engem Stolwierk an engem Walzwierk opgeriicht ginn, mat spéider niewendrun enger Galvaniséierungsanlag, enger Sauerstoffanlag, a mat der Gare Diddeleng-Schmelz fir déi fäerdeg Produkter op Zich ze verlueden. De Schinnequai ass haut nach ee Begrëff fir all Diddelenger.

Ëm 1882 hunn d'Patrone vun der Diddelenger Schmelz den Optrag ginn fir eng Zillebäckerei opzeriichten, well si Zille gebraucht hu fir hir Hangaren, Atelieren a Kamäiner ze bauen, an awer och fir d'Aarbechterhaiser an de Kolonie wéi am Brill an der Hondsgaass (rue du Travail), an an der Lachegaass (rue de Zoufftgen). Déi Fabréck gouf vun engem belschen Industriellen dem Victor Tassin opgeriicht op der Plaz déi haut de Quartier Wolkeschdall ass.

No der Restrukturéierung vun der ARBED an den 1980er Joren ass nëmme méi ee kaalt Walzwierk an eng Beschichtungsanlag iwwreg bliwwen.

Duerno hu sech zu Diddeleng a ronderëm kleng, mëttel an och e puer méi grouss Industrien niddergelooss sou wéi Giebel, Husky, a Luxguard.

De Gemengerot vun Diddeleng gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 19 (bis 2011: 17, bis 1999: 15) Conseilleren zesummen.

 

D'Gemeng Diddeleng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:




#Article 323: Walfer (135 words)


Walfer ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng Walfer.

D'Walfer läit am Uelzecht-Dall, dee vun do un no Norden ëmmer méi breet gëtt. Am Weste fanne mer eng Wiselandschaft déi lues a lues verbaut ginn ass, an am Oste stéisst Walfer un d'Häng vun de Bëscher déi op de Koppe leien wéi de Walferbierg, de Quantebierg, d'Fréin an dHeedchen.

D'Naturschutzgebitt Sonnebierg läit um Westhank vum Ausleefer vum Walferbierg.

Walfer ass haaptsächlech un de Verkéier ugeschloss iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen (Nordstreck) an d'Nationalstrooss 7, déi allebéid vun Norden no Süde matzen duerch Walfer ginn an Duerf praktesch zesumme mat der Uelzecht a véier deelen.

Aner Weeër, déi op Walfer féieren, sinn den CR181 dee vu Walfer op d'Biergerkräiz geet, den CR233 vun Dummeldeng op Walfer an den CR123 vu Steesel op Walfer.




#Article 324: Véiergëtterstee vu Bäerdref (380 words)


De sougenannte Véiergëtterstee vu Bäerdref ass e wierfelfërmege Sandsteen vun ongeféier engem Meter Säitelängt, op deem ronderëm déi réimesch Gëtter Juno, Minerva, Apollo an Herkules an Héichrelief ofgebilt sinn. E steet an der Bäerdrëffer Kierch, abetonéiert am Sockel ënner dem Haaptaltor.

De Véiergëttersteen kënnt warscheinlech aus der Huel Lee, engem Steebroch bei Bäerdref, wou schonn an der Réimerzäit Millesteng gebrach goufen. E war de Sockel vun enger Jupiter-Votivsail, déi um héchste Punkt vun der Géigend opgeriicht gouf, fir e réimeschen Haff (Villa rustica), dee just niewendru louch, ze schützen.

De Bäerdrëffer Véiergëtterstee gouf de 25. Abrëll 2019 als nationaalt Monument klasséiert.

Wéi am 15. Joerhonnert eng Kapell zu Bäerdref gebaut gouf, ass de Véiergëtterstee mat integréiert ginn, a gouf ënner den Haaptaltor gesat. D'Juno stoung dobäi, wéi warscheinlech virdrun och, no Osten, wou d'Sonn opgeet.

Am 19. Joerhonnert gouf déi haiteg Parkierch gebaut, an de Stee gouf mat eriwwergeplënnert. Et gouf zwar duerno gekuckt, datt de Steen dee selwechte Wee stoung wéi virdrun, d. h. mam Herkules zu der Entrée hi gedréint. Well d'Kierch selwer awer anescht orientéiert war, war domat déi lescht Erënnerung un déi fréier reliéis Symbolik verschwonnen. Och war de Steen hanner enger Verkleedung verstoppt.

Op der viischter Säit vum Mëttelschëff aus gekuckt ass dMinerva ze gesinn, d'Gëttin vun der Wäisheet. Si huet e Casque op an e Rack mat Falen dran. Hiert ovaalt Schëld stäipt se op en Hausaltor.

Riets donieft gesäit een dJuno, d'Kinnigin vun de Gëtter. Si huet eng Tunique un, an huet an der lénkser Hand en Zepter, an an der rietser eng Afferschuel, déi s'iwwert en Altor ausschëtt. Riets uewen am Eck ass e symbolesche Pohunn.

Déi hënnescht Säit weist den Apollo, de Gott vun der Luucht, mä och vun der Lyrik an der Musek. Hien huet an der rietser Hand e Bou, an stäipt sech mat der lénkser op eng Leier. Zu senge Féiss läit e Réi.

Op der lénkser Säit schliisslech ass den Herkules ofgebilt, mat engem Léiwepelz un an enger Keel. Hie symboliséiert d'Kraaft an d'Dugend.

De Bäerdrëfer Véiergëttersteen ënnerscheet sech vun anere Véiergëttersteng doduerch, datt soss bal ëmmer de Merkur amplaz, wéi hei, den Apollo ze gesinn ass.

Och ass et e raart Beispill vun Ofbildunge vu réimesche Gottheeten, déi uechter d'Joerhonnerten an enger chrëschtlecher Kierch 'iwwerlieft' hunn.




#Article 325: Duelem (Réimech) (480 words)


Duelem ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Réimech, an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Laanscht Duelem féiert Dräikantonstrooss tëscht den Uertschafte Bous a Fëlschdref.

D'Uertschaft läit am Dall vun der Schleebaach.

Nodeem op Loftbiller vun Duelem aus dem Joer 1976 Iwwerreschter vun enger anticker Siidlung entdeckt goufen, hunn 1977 déi éischt Ausgruewungen ugefaangen, an et gouf e ganzt Duerf fonnt. Et gouf och e Koup Statuen an Tounmaterial fonnt, wouvun der haut e puer am Louvre zu Paräis ausgestallt sinn.

Duerch d'Ausgruewunge vu Fragmenter vun engem gréisseren Altor am Joer 2008 konnt bewise ginn, datt Duelem op der Plaz vum réimesche Vicus Ricciacus opgebaut ass. Ricciacum war eng vun den Etappen op dem Kiem tëscht Divodurum (Metz) an Augusta Treverorum (Tréier), déi am Itinerarium Antonini Augusti (eng Opzielung vun den Etappen op de grousse réimesche Stroossen) opgezielt ass an op der Tabula Peutingeriana (eng Kaart vun dëse Stroossen) opgezeechent ass.

De Bau vum Kiem tëscht Metz an Tréier, duerch de réimesche Generol Marcus Vipsanius Agrippa, geet op d'Joren 18-17 viru Christus zréck. Ëm dës Zäit ass och de Vicus Ricciacus entstanen. 70 – 71 no Christus koum et zu enger Neiopdeelung vun der Uertschaft. An der Mëtt vum 3. Joerhonnert huet Ricciacum mat 25 Hektar seng gréisst Entwécklung erlieft. Nieft de Privathaiser sinn e puer Tempelen, Thermen an den Theater aus där Zäit entdeckt ginn.

Bei den Terrassementsaarbechte fir e Stall vun engem Duelemer Bauer südlech vum Vicus goufen 1986 d'Iwwerreschter vun engem réimeschen Theater fonnt, dee Plaz fir zirka 3500 Leit gebueden huet. Haut kann ee genee erkenne wéi den Theater deemools ausgesinn huet. An der direkter Ëmgeigend goufen nach aner Bauwierker fonnt, z. B. d'Reschter vun engem Haus vun engem Bierger, dat fir den Theater huet missen ofgerappt ginn. E Problem hat dat Ganzt awer mat sech bruecht, an zwar datt genee an der Mëtt vum Theater eng Strooss gebaut gouf, ënner där d'Waasserversuergung vun Duelem leeft.

An de Joren 1982-1998 goufen zu Duelem och nach Iwwerreschter vu réimesche Griewer a vun engem Tempel fonnt.

Tëscht dem Theater an dem Vicus gouf e Réimermonument, Den Aadler genannt, opgeriicht. Et ass eng héich Sail, op där en Aadler sëtzt, deem säi Kierper an Richtung Vicus, an de Kapp a Richtung Metz (Réimerstrooss) kuckt.

D'Monument gouf, grad sou wei d'Kierchtuerm vun Duelem, am Unfank vum Zweete Weltkrich beim däitschen Iwwerfall zerstéiert, an et gouf eréischt 1957 erëm opgeriicht.

De 5. Juni 2010 huet um archeologesche Site op der Säit vum gallo-réimeschen Theater en Dokumentatiounszentrum seng Dieren opgemaach, wou ë. a. Pancarten iwwer d'Liewen am antike Ricciacum, mat engem Vicus, enger Nekropol, engem Tempel, engem Theater an Thermen, infortméieren.

Victor Loos, Duelem - Band 1 - Eis Kiirch, Conseil de la Fabrique d'Eglise de Dalheim, Duelem, 1993

Gust Linden, Sandy Linden, Robert Vandivinit, Aloyse Estgen, Victor Loos, Vu Ricciacus via Dalahem op Duelem, Fanfare Gemeng Duelem, ISBN 2879969441




#Article 326: Groussbus (143 words)


Groussbus (lokal: Bus) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Réiden an den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Groussbus läit op enger Héicht vu 470 m.

Duerch d'Uertschaft leeft d'Waark, déi zu Gréiwels entspréngt.

Duerch Groussbus lafen d'Nationalstrooss 12 an d'N21.

Bous oder Buhs ass dat keltescht Wuert fir Mëllechkummer.

Am nämmlechte Streech fënnt een Zillen an Eeserech aus der Zäit vun de Réimer.

Am 11. Joerhonnert steet zu Groussbus eng Kierch. Vun 1089 un ass d'Duerf eng eege Par.

Iwwer d'Joerhonnerten huet d'Populatioun vum Duerf deels staark ënner Kricher a Krankheete gelidden. 

Tëscht 1640 a 1650 léisst de Peter Jolliot e Schlass bauen, dat 1966/67 ofgerappt gëtt.

Nodeems 1712 de Blëtz an déi al Kierch aschléit, gëtt 1719 déi haiteg Kierch gebaut. 1849 gëtt de Kierchtuerm nees vum Blëtz getraff an dat Joer drop, 1850, gëtt den neien Tuerm opgeriicht.




#Article 327: Hesper (115 words)


Hesper ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng Hesper am Kanton Lëtzebuerg.

Hesper läit um nërdlechen Enn vum Uelzechtdall, just do wou de Floss ufänkt an e schmuelen Dall gequëtscht ze ginn, deen déi eng Säit vum Plateau vum Houwald an déi aner Säit vum Holleschbierg a vum Bloebierg gebilt gëtt.

Zu Hesper leeft vun der lénkser Säit d'Drosbech an d'Uelzecht

Duerch Hesper leeft d'Nationalstrooss N3, déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.

Hesper war zurzäit vum Premier Empire e Kantonalhaaptuert am Département des Forêts.

Vum 20. Februar 1882 bis den 22. Mee 1955 war Hesper iwwer eng Schmuelspuerbunn, de Jangli, deen d'Streck Lëtzebuerg-Réimech gefuer ass, ugebonnen.




#Article 328: Jonglënster (125 words)


Jonglënster, fir d'Awunner Lënster, ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng Jonglënster.

Jonglënster läit op enger Héicht vun 304 Meter (bei der Kierch) Scho wärend der Réimerzäit, mä virun allem an der fränkescher Period huet sech d'Chrëschtentum an der Regioun ausgebreet a schonn ënner dem Karel de Grousse soll zu Lënster eng Kierch gestanen hunn. Als Par daucht Lënster fir d'éischt am Joer 983 an historeschen Dokumenter op. Déi haiteg Kierch gouf tëscht 1772 a 1774 ënner dem Paschtouer Johann Otto Borrings gebaut. 1847 gouf dat bis dohinn stroossebaulech kaum erschlossent Duerf un d'Streck Lëtzebuerg-Iechternach ugeschloss. 1859 goufen et éischt Pläng fir de Bau vun enger Eisebunnsslinn duerch Jonglënster, déi awer eréischt 1904 mam Bau vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach ëmgesat goufen.




#Article 329: Keel (1023 words)


Keel (lokal: Käl) ass eng Uertschaft zu Lëtzebuerg am Kanton Esch an Haaptuert vun der Gemeng Keel.

Keel läit am Süde vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an engem Dall, dem Keeldall, dat sech no Norde breet mécht an an den Uelzechtdall iwwergeet. De Keeldall ass flankéiert op zwou Säite mat Koppen a klenge « Bierger ».

Op der ëstlecher Säit vu Süden no Norde gekuckt fanne mer hei de Perchesbierg, den Hesselsbierg, den Hérenterbierg, d'Haard, den Duelebierg, de Kalebierg, de Gaalgebierg an als leschten an der Rei de Gehaansbierg. Op der westlecher Säit steet de Millebierg, den Tewesbierg, de Bromeschbierg, nach e Gaalgebierg bei Aedelen, de Brucherbierg an d'Weimeschkëppchen. Do stoung uewen op der Kopp, op 390 m, eng keltesch Siidlung mat Ofwierhiwwelen.

Op an an deene Koppen ass Eisenäerz ausgegruewe ginn, vu Kelten, Réimer bis an d'lescht Joerhonnert an hunn dem Land säi Räichtum bruecht.

Am Allgemengen ass et schwiereg den Urspronk an d'Bedeitung vun engem Uertsnumm nozeweisen. Fir „Kayl“ (Käl) si sech awer d'Historiker eens, datt et keltesch, wann net souguer virkeltesch Originnen huet. Als Grond gëtt d'Eesilbegkeet vum Numm ugefouert (Ell, Ahn, Kayl asw.).

Wann en den Uertsnumm deite wëll, dann ass et onméiglech fir op déi eelst Formen zréckzegräifen, souwéi se duerch Dokumenter an an anere schrëftlechen Iwwerliwwerungen erhale sinn. Vun 1235 bis zum Ufank vum 18. Joerhonnert gëtt e ronn 200-mol ernimmt.

Keel gëtt fir d'éischt am Joer 1235 ernimmt, an deem Joer wou den Alexander vun Zolver dem Déifferdenger Fraestëft seng Gidder zu „Keyle“, déi hien dem Doumhär vu St. Paulin (Tréier) ofkaaft hat, vermécht. Den Numm Käl verschwënnt net méi an der Geschicht a verschaaft sech munchmol e gudde Klang. Hien ass zanter dem 13. Joerhonnert net wesentlech verännert ginn, obwuel iwwer 20 verschidde Versioune bekannt sinn: 
Keyle (1235), Keile (1247), Quelle (1278), Keil (1287), Kele (1293), Keele (1294), Kaill (1297), Kayle (1318), Kaelles (1323), Keyla (1331), Keille (1362), Kelle (1364), Keylle (1427), Kyle (1446), Keyl (1451), Kaylle (1485), Keylen (1505), Keil (1515), Keyll (1589), Kayll (1632), Kail (1739), Kayl (1737), Kehl (1737), Keehl (1759), 1485 erschéngt fir d'éischt den „a“ am „Eilaut“, da fält mat der Zäit den „e“ um Enn ewech an daucht nëmmen nach sporadesch op. Meeschtens ass en „Ei“-laut am Numm enthalen an net en „E“-laut. Ganz rar fënnt een: Quelle, Kele, Keele, Kelle, Kehl a Keehl oder d'Form Kyle. Dës Feststellung huet verschidden Nummfuerscher op eng falsch Bunn gefouert.

D'Uertschaft „Kayl“ ass net déi eenzeg mat sou engem Numm. Et gëtt e Kail (Cheledin 1121, Kayl 1638) bei Pommern op der Musel, een Ober- an Niederkail bei Manderscheid an der Äifel an e Kailbach um Chiemsee. Zwéi weider Kailbach an Hessen, Keilhof an Ostpreußen, Keilbusch bei Meißen, Nongkäl am Loutrengen, Hermeskeil am Honsréck asw. Déi grouss Zuel vu selwechten oder bal selwechten Nimm: Kehl, Kehlen, Kelheim, Kelberg, Kellberg, Celle, Kehlbach, Kell, Kehlerwald, Kehlismoos, Kailen, Kailing, Kaylen, Kal, Kalbach, Kalborn, Calloo, Kill (Kyele 1499), Kyll, souwéi Gail, Geil, Gehl, Geilhausen, Gailborn asw. sinn iwwer ganz Europa verbreet a léisst de Verdacht opkommen, datt een allgemengt Grondwuert an deemno eent an dat selwecht Vollek als Urspronk fir déi Nimm a Fro kéim.

Zugrond läit ee virkeltescht d. h. indogermanescht Wuert, wat „entspréngt“, „ervirquellen“ bedeit an an engem Sënn gläichbedeitend mat „fléissendem Waasser“ ass. Et gouf spéider nom Splécke vun der indogermanescher Sprooch, dat keltescht „gel“, dat germanescht kel, kal, keil, kil, dat nordescht „keleda“. Et mierkt een, datt déi Uertschafte mat sou engem Grondwuert bei engem Waasserlaf oder direkt bei enger Quell leien.

De Familljennumm Kayl ass iwweregens och wäit verbreet. Et fënnt een en an allen Nopeschlänner.

Keel war bis zu der Neizäit Häerschaftsgebitt.

Am 13. Joerhonnert fanne mer zwou Häerschaften, déi zu Keel zoustänneg waren: d'Buerghäre vu Keel an déi vum Zolwerknapp. D'Keeler Awunner ware Leifeegener, d. h. si ware mat Haus an Haff, Fra a Kand un den Här gebonnen.

Am 13. Joerhonnert war zu Keel een Herrschergeschlecht, dat net vill mat den Duerfbewunner ze dinn hat. Nëmme wéineg Vasalen hunn him gedéngt. Hiert Schlass war eng Waasserbuerg mat engem déiwe Gruef. D'Buerg stoung do, wou haut de Gäertnereibetrib zu Keel ass. D'Häregeschlecht ass géint 1400 ausgestuerwen, gouf awer nach vun aneren Herrschaften iwwerholl. D'Schlass ass nom 16. Jh. verfall.

Déi bekannt Ënnerlagen iwwer déi Keeler Häre stelle si am schéinste Liicht duer. Si heesche Ritter, gi Seneschall, d. h. Gouverneur vun der Grofschaft Lëtzebuerg, Riichter vum Adel, gi betraut mat Vertrauensmissiounen, verkéieren um Keeserhaff a si Bierg fir de Grof vu Lëtzebuerg, Arbitter a munche Streidereien, Zeie bei villen Akten asw.

Wéi den Heinrich VI. 1282 an den Heinrich VII. 1290 de Fräiheetsbréif vun der Stad Lëtzebuerg beschwuer hunn, waren d'Häre vu Keel dobäi an hunn den Zeieneed ofgeluecht auf die hl. Reliquien und den Sakramentsaltar. Wouhier déi Famill staamt war den Historiker net direkt kloer: De Paul Medinger huet gemengt si kéime vu Beetebuerg, well en duecht, déi zwéi Wope géife sech gläichen. Den René Klein huet dat widderluecht a gesäit den Urspronk am Haus Zolwer.

Den Egide von Keille gëtt bei engem Schenkungsakt vum 22. Mäerz 1272 als Zeien ernimmt. De Simon I. von Kayl ass dee beschtbekannten. Hie gouf am Joer 1287 Gouverneur vu Lëtzebuerg. Säin Numm figuréiert a villen Dokumenter. Fir d'lescht gëtt hien 1298 genannt.

De Simon II. von Kayl huet mam Karel I. e Feldzuch an Italie gemaach, wou hien den 31. Mäerz 1331 un enger Vergëftung gestuerwen ass.

De Simon III. von Kayl a seng Fra Marguerite hunn dem Balduin, Äerzbëschof vun Tréier, hir Lehnsgidder iwwerdroen.

Den Thielmann von Kayl war de leschte vun de Ritter vu Keel. No him ass d'Buerg wuel just nach verwalt ginn an am 16. Joerhonnert zesummegefall. Hir Steng waren eng bëlleg Wuer fir d'Keeler Leit beim Bau vun hiren Haiser. Un d'Buerg erënnert haut nëmmen nach Bezeechnung vun der Plaz an der Buerg.

Dëse leschten Här vu Keel-Rëmeleng huet sech missen op Bamberg ofsetze wéi 1794 dat revolutionärt Frankräich d'Herzogtum Lëtzebuerg besat huet an et d'Joer drop gréisstendeels zum Departement Forêts gemaach huet. Doduerch hunn och all d'Gaalgen an aner Zeeche vun de Feudalgeriichter missen ofgedroe ginn.

Déi follgend Awunnerzuele bezéie sech just op d'Uertschaft Keel, ouni Téiteng.




#Article 330: Gemeng Kiischpelt (250 words)


D läit am  an ass eng vun den  lëtzebuergesche Gemengen. Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft .

D'Gemeng ass de 14. Juli 2005 aus der Fusioun vun den deemolege Gemenge Kautebaach a Wëlwerwolz entstanen. Et ass eng vun deene Gemengen zu Lëtzebuerg, déi net den Numm vun enger Uertschaft droen: de Kiischpelt heescht dee Streech, an deem d'Uertschafte vun der Gemeng leien.

Den Numm Kiischpelt kënnt vum däitsche Wuert Kirchspiel, wat op déi ganz al Kierch vu Pënsch hiweist.

Am Däitschen ass Kirchspiel, Kirchsprengel oder Kirchensprengel d'Wierkungsgebitt vun engem Geeschtlechen. De Sprengel ass de Wäiwaassesch-Plumeau mat deem geseent gëtt. Dovu kënnt den Ausdrock den Rasen sprengen, dat heescht nätzen.

D'Gemeng Kiischpelt ass den 1. Januar 2006, op Basis vum Gesetz vum 14. Juli 2005, aus der Fusioun vun der Gemeng Wëlwerwolz (mat den Uertschafte Wëlwerwolz, Äischer, Lellgen a Pënsch) an der Gemeng Kautebaach (mat den Uertschafte Kautebaach, Alschent a Mäerkels) entstanen.

D'Gemeng Kiischpelt huet keen eegene Wopen. Beim Fusiounsgesetz ass keen ernimmt, an no der Fusioun huet d'Gemeng sech net ëm en neie Wope beméit. Déi zwéi Wope vun de fréiere Gemenge sinn dohier am Gebrauch bliwwen.

 D'or à la hache d'armes en pal de gueules, accostée de deux poissons adossés de sable, au chef échiqueté d'argent et de gueules.

De gueules à la croix alésée, recerclée en chef et en pointe, pattée aux flancs, cantonnée de quatres étoiles à cinq rais du même; au chef d'or au lion issant de sable.

D'Gemeng Kiischpelt ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:




#Article 331: Koplescht (120 words)


Koplescht ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng Koplescht.

D'Uertschaft Koplescht läit un der Mamer. Zentral Plaz vun der Uertschaft ass d'Kräizung wou sech d'N12 an den CR101 kräizen.

(Text:Victor Weiss (1879 - 1951), Paschtouer zu Koplescht vun (1916 - 1923)
(Original Schreifweis)

Mir sti fest zesummen am Weidendall
Voll Kraft a voll Mutt an der Reih!
Ons Löscht ass geféllt mat jong Leiden all,
De' hirem Land an Herrgott trei.
Refr.
Et stét ons Jugendkrâft a Liewen,
Dir Letzeburger, Hémechtswuecht !
Fir he'ch an he'ger Dech ze hiewen
Ass onse Plang ste'ts Dag an Nuecht
Ons Parol' de' soll te'nen hell an den Dall:
Hémechtsle'ft an Hergottstrei!
An d'Echo dat äntwert mat luesem Schall
Hémechtsle'ft an Hergottstrei.




#Article 332: Fiels (264 words)


DFiels (lokal: Feels) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Miersch a Chef-lieu vun der Gemeng Fiels.

D'Fiels läit un der Wäisser Iernz.

D'Fielsser Géigend war, wéi et schéngt, schonn zur Réimerzäit bewunnt, bei der Restauratioun vun der Buerg gouf eng réimesch Mënz fonnt.

Vum 11. bis 18. Joerhonnert gouf d'Liewe vun de Buerghären op der Fielsser Buerg bestëmmt.

A sengem Carnet de voyage schreift de Victor Hugo de 16. Juli 1871 iwwer d'Fiels:
.... nous a fait servir un luncheon dans la magnifique salle que fait le grand donjon sans toit. J'ai tout revu avec émotion, le puits, les tours, la chapelle....... J'ai dessiné la ruine.

De Victor Hugo huet d'Buerg aus der Fiels zweemol gemoolt:

De Michel Rodange krut den 13. Juli 1854 seng Ernennung als Schoulmeeschter fir d'Oberprimärschoul an der Fiels. Dës Funktioun huet hie bis 1859 ausgeübt. Wärend där Zäit huet hien an der Hënneschter Gaass gewunnt, am Haus vum fréiere Kaploun. 1936, bei der Honnertjoerfeier vun der Fielsser Musek, gouf eng Gedenkplack iwwer der Hausdier vun dësem Haus ubruecht. An der Sëtzung vum 28. Juli 1953 huet de Fielsser Gemengerot beschloss fir déi Strooss Rue Michel Rodange ze nennen.

De Léiw louss d'Déier ruffen,
Déi grouss als wéi déi kleng;
Se koumen all mat Hefen
A keemol eent eleng.

Zur Fiels am Ärenzdällchen
War hauer och e Fest,
Duer koumen d'Musikanten
An d'Sänger all déi best.

De Jean-Antoine Zinnen, Komponist vun Eiser Heemecht, huet en Deel vu sengem Liewen an der Fiels verbruecht.

De Generol Patton hat fir kuerz Zäit säin Haaptquartéier am Grand-Hôtel de la Poste an der Fiels.




#Article 333: Leideleng (231 words)


Leideleng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft a Sëtz vun der Gemeng mat deem selwechten Numm. Leideleng gëtt vun den Awunner op Lëtzebuergesch Lëdeleng genannt. Fir d'éischt gëtt Leideleng am Joer 786 ernimmt als Lullingas. Aner Variante sinn 1096: Luolinga, 1128: Ludelinga, 1145: Ludelinga an 1222: Lullingen.

E Leidelenger Erfinder war de Jean Entenich.

Um 20 Frang Schäin vun 1930 gesäit een e Bauer, dee säi Land plout. De Leidelenger Bauer op dem Bild ass de Léopold Michels op sengem Aker an der Géigend vum Schléiwenhaff Den Zeecheprofesser Pierre Blanc hat dëst Bild vun enger Foto ofgezeechent an d'Landschaft am Hannergrond verännert. Déi ursprénglech Foto gouf et och als Postkaart.

Mat enger Héicht vun 58 m ass d'Gebai mam neie Waassertuerm, dat tëscht der Escher Autobunn an der Leidelenger Aktivitéitszon am Bann steet, eent vun den zéng héchste Gebaier am Land. Dësen neie Waassertuerm versuergt zesumme mat dem ale Waassertuerm, deen op der selwechter Héicht am „Hueschterterbësch steet, den Zentrum vu Leideleng (Drockzon 1). Allen zwéin hunn e Volume vu 500 Kubikmeter. De Schléiwenhaff (Drockzon 2) gëtt duerch den ënneschte Behälter mat sengen 900 Kubikmeter Waasser versuergt.

De Projet gouf matfinanzéiert vun der Europäescher Unioun am Kader vum Fonds Européen de Développement Régional, dem FEDER.

Ugefaange mat Baue gouf de 14. Juli 2005 a fäerdeg gouf en den 13. Juni 2008. Fir dëse Projet krut den Architektebüro Schemel|Wirtz de Prix luxembourgeois d'architecture 2011.




#Article 334: Lëtzebuerg (Stad) (2285 words)


Lëtzebuerg, am Volleksmond dacks just d'Stad genannt, ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an d'Haaptstad vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. Si ass eng vun den  lëtzebuergesche Gemengen a mat  Awunner () déi Gemeng mat der héchster Bevëlkerung am Land. Den 23. Oktober 2012 hat si d'100.000 Awunner iwwerschratt a gouf domat zu enger Groussstad.

D'Stad Lëtzebuerg läit um Zesummefloss vun der Uelzecht an der Péitruss. Hir Geschicht geet bis an d'Réimerzäit zréck, a si gouf wéinst hirer Festung, déi zanter dem Ufank vun der Neizäit bis 1867 bestoung an ëmmer méi ausgebaut gi war, Gibraltar vum Norden genannt.

Lëtzebuerg ass nieft Bréissel a Stroossbuerg Verwaltungssëtz vun der Europäescher Unioun. Donieft ass d'Stad eng vun de gréisste Finanzplazen an Europa.

Den historeschen Zentrum vun der Stad, d'Alstad, ass no Norden, Osten a Süden hi vun 30–50 m déiwen Däller ëmginn, déi duerch d'Péitruss an d'Uelzecht an de Sandsteen gegruewe goufen.

D'Quartieren an der sougenannter Ënnerstad sinn de Gronn, Clausen an de Pafendall. No Westen hin erstreckt sech hanner dem Stadpark, deen op der Plaz vun de Festungsmaueren ugeluecht gouf, e Plateau, deen iwwer de Glacis an de Lampertsbierg iwwergeet. Weider westlech kënnt een an d'Quartiere Belair a Märel. Nordwestlech vum Zentrum sinn de Rollengergronn an d'Millebaach ze fannen.

A südwestlecher Richtung vum Zentrum läit Zéisseng. No Süden, déisäit dem Péitrussdall, dee vun der Neier an der Aler Bréck iwwerspaant gëtt, leien d'Quartiere Gare, Bouneweg-Nord/Verluerekascht a Bouneweg-Süd. Weider südlech leie Gaasperech an Hollerech.

Ëstlech vum Zentrum, déisäit der Uelzecht, ass de Plateau vum Kierchbierg, och Europäesche Quartier genannt. E bësse méi südlech dovu leien Neiduerf/Weimeschhaff, den Zens an Hamm. Tëscht dem Garer Quartier an dem Zens läit d'Polvermillen.

Am Norde leien, dem Laf vun der Uelzecht no, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng a Beggen.

Schonn zu Réimerzäite sinn do, wou haut d'Stad Lëtzebuerg ass, zwou Réimerstroossen, de Kiem vun Arel op Tréier an eng Niewestrooss (diverticulum) vun där vu Metz op Tréier, zesummekomm. An der Spéitréimescher Zäit gouf um Bockfiels eng kleng Festungsanlag gebaut, fir engersäits d'Strooss an d'Bréck iwwer d'Uelzecht ze sécheren, an, anerersäits, fir de Germanen hir Incursioune sou wäit wéi méiglech ze stoppen. Am fréie Mëttelalter stoung vun där Anlag net méi vill, mä d'Plaz gouf kleng Buerg genannt. Dësen Numm gouf als Lucilinburhuc an an engem Tauschdokument eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt: Duerch en Tosch mat der Tréierer Abtei St. Maximin huet den Ardennergrof Siegfried I. ëm d'Joer 963 Lännereien zu Lëtzebuerg getosch (dësen Tosch gouf méiglecherweis de 17. Abrëll 987 festgehalen). Hien huet du säi Schlass um Bockfiels gebaut.

Mä schonn ier déi éischt Haiser ëm den haitege Fëschmaart entstane sinn, hu Leit am Gronn, a virun allem zu Weimeschkierch gewunnt. Zu Weimeschkierch hat d'Abtei Sankt Maximin zanter dem 9. Joerhonnert eng gréisser Grondherrschaft (926 gouf et do 6 Millen).

Wéinst hirer Lag, souwuel geopolitesch wéi topographesch gesinn, hat d'Stad Lëtzebuerg zanter hirem Bestoen eng wichteg militärstrategesch Bedeitung. Am 10. Joerhonnert gouf schonn déi éischt Befestegung gebaut. Um Enn vum 12. Joerhonnert, wéi d'Stad sech ëmmer méi no Westen hin ausgebreet huet, koum eng 2. Festungsmauer dobäi (D'Rue du Fossé war de Festungsgruef zu där Mauer). Deemools gouf d'Nikloskierch gebaut, an en neie Maart (den haitege Krautmaart) koum bäi. 1221 gouf bei der Uecht-Paart am Westen en Hospiz gebaut, deem seng Gestioun de Walram vu Limbuerg dem Däitschhärenuerden iwwerdroen huet. Dëst gouf en hallef Joerhonnert drop an de Gronn transferéiert.

Am Spéitmëttelalter goufen e puer weider Kléischter gegrënnt: géint 1234 hunn op der Schadeburg (dem haitegen Helleg-Geescht-Plateau) fromm Biergerinnen e Muedeléine-Klouschter opgemaach, dat ëm 1264 an de Klarissenuerden opgeholl gouf; och d'Franziskaner hu sech virun der deemoleger Stadsmauer néiergelooss, zu Bouneweg goung e Klouschter op, dat sech ëm leprakrank Leit gekëmmert huet, a spéider a sech méi spéit den Zisterzienser ugeschloss huet. 1292 dann hunn hunn d'Dominikaner sech nordëstlech vun der Buerg installéiert.

Am Ufank vum 14. Joerhonnert hat d'Stad eppes iwwer 900 Stéit, deemno ronn 5.000 Awunner. Se war dunn ongeféier 5 Hektar grouss. 1340 huet de Jang de Blannen e Joermaart grënne gelooss, dee bis haut besteet: d'Schueberfouer.

Den 30. Juni 1509 gouf et e grousst Feier an der Uewerstad, dat 5-6 Deeg gebrannt huet, an eng 180 Haiser, dorënner d'Méchelskierch, zerstéiert huet.. E puer Joerzéngten duerno, am Summer 1554, ass duerch e Blëtzschlag d'Polvermagaseng am Verwëllef vun der Franziskanerkierch explodéiert, an duerch d'Feier dat doduerch entstanen ass, alt nees e groussen Deel vun der Uewerstad verbrannt. Dofir gëtt et kaum mëttelalterlech oder gotesch Stilelementer, déi an der Architektur vun der Stad erhale wieren.

Géint 1340, ënner dem Jang de Blannen, sinn nei Festunge gebaut ginn, déi zum Deel bis 1867 stoungen. Déi verschidden Hären a Meeschteren (Burgunder, Spuenier, Habsburger, Fransousen a Preisen) hunn an de Joerhonnerten duerno d'Festung ëmmer méi ausgebaut a se zu enger vun deene stäerksten an Europa gemaach.

Am 17. Joerhonnert hunn d'Spuenier déi éischt Kasematte gebaut. Se goufen ënner dem Vauban ausgebaut a 1730-1740 vun den Éisträicher nach eng Kéier vergréissert.

Nom Traité vu London vun 1867 huet d'Festung missen ofgerappt an dem Buedem gläich gemaach ginn. Et huet 16 Joer gedauert, bis dës Aarbechte méi oder manner ofgeschloss waren. Se hunn 1,5 Millioune Goldfrang kascht. Op en Deel vun de fréiere Festungsanlage sinn nei breet Stroossen (Boulevard Royal, Boulevard du Prince Henri) an de Stater Park ugeluecht ginn. Elo konnt d'Stad sech no alle Säiten ausbreeden. De Plateau Bourbon, mat der Alstad iwwer d'Nei Bréck (gebaut 1900-1903) verbonnen, war ee vun den éischten neie Quartieren, déi sou entstane sinn.

A Stroossen an op Haiser si bis haut d'Spuere vum Naziregimm zu Lëtzebuerg ze gesinn.

D'Plëss d'Arem steet souwuel fir den Ufank vum Naziregimm, wéi fir d'Enn: de 6. August 1940 ass de Gauleiter Gustav Simon fir d'éischt op dëser Plaz opgetrueden an den 10. September 1944 hunn d'Lëtzebuerger op der selwechter Plaz déi 5. amerikanesch Panzerdivisioun zesumme mam Prënz Felix als Befreier vu Lëtzebuerg gefeiert.

An der Philippsgaass op Nr. 19 war deemools de Café de la Poste. Hei gouf schonn Enn 1933 de Grondstee fir déi éischt ëffentlech Juddefeindlechkeet geluecht, andeems e Schëld Judenfreies Lokal ubruecht gouf. Den amerikanesche Schrëftsteller Henry Miller huet zu deem Zäitpunkt d'Lokal zoufälleg entdeckt an d'Situatioun a sengem Buch Quiet days in Clichy beschriwwen. Vis-à-vis op Nr. 28 an der Philippsgaass steet d'Gebai vun Commissariat au Rapatriement, deen 1944 an d'Liewe geruff gouf, fir déi Dausende vu Lëtzebuerger Krichsgefaangener nees heemzebréngen oder déi stierflech Iwwerreschter vun deenen, déi ëmkomm sinn an do wou Grafsteng bekannt waren, dës op Lëtzebuerg ze verleeën.

An der Monterey-Avenue, war den ale Sëtz vun der Haaptpostverwaltung. An der Zäit vun der däitscher Besatzung koum d'Post ënner d'Obhut vum Reichspostdirektor vun Tréier. Haut erënnert nach eng stenge Plack mat engem bronze Relief un déi 26 Postbeamten, déi am Krich gefall sinn, awer och un de Proteststreik vun enger Rei Postler den 1. September 1942 géint d'Aféierung vun der Wehrpflicht.

An der Ënneschtgaass erënnert eng Plack um Gebai vum Educatiounsministère un déi zweet Stater Synagog, déi am Hierscht 1943 vun den Nazien ofgerappt gouf.

An der Avenue Marie-Thérèse op Nr. 3 stoung dat aalt Bëschofshaus. Den deemolege Bëschof Phillippe war déi eenzeg Lëtzebuerger Autoritéit, déi d'Land am Krich net verlooss hat an dee seng Plaz no der Besatzung hale konnt. Op Nr. 5, am bëscheefleche Konvikt war an der Besatzungszäit en däitscht Lazarett.

Nieft der Aler Bréck steet e Fräiheetsstee fir un d'Befreiung vu Lëtzebuerg, der Belsch a Frankräich duerch d'US-Zaldoten z'erënneren.

Um Boulevard de la Pétrusse, ass op Nr. 57 de Centre de documentation et de recherche sur la Résistance. An dësem Gebai, dat och als Villa Pauly bekannt ass, war vun 1940 bis 1944 de Sëtz vun der Gestapo, der Geheimer Staatspolice. Dëst Gebai, an deem och gefoltert gouf, ass d'Symbol vun der Terrorherrschaft vum Naziregimm zu Lëtzebuerg.

Dat markantst Monument an der Stad ass wuel d'Gëlle Fra. Den 21. Oktober 1940 gouf si vun den Nazien, ënner Protest vun de Lëtzebuerger, ofgerappt.

An der haiteger d'Nationalbibliotheik war bis 1964 de Kolléisch. Vill Schüler goufen zwangsrekrutéiert.

Am Stadhaus um Knuedler erënnert an der Entrée eng kleng bronze Plack un d'Grënnung vun der Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen.

Am Festsall vum Stadhaus um 1. Stack gouf den 10. September 1952 d'Lëtzebuerger Ofkommes ënnerschriwwen, den éischten internationale Vertrag, mat deem d'Bundesrepublik Däitschland d'Verantwortung fir de Vëlkermord un den europäesche Judden duerch dat nationalsozialistescht Däitschland iwwerholl huet.

D'Stad Lëtzebuerg ass a 24 Quartieren agedeelt:

De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg huet 27 Memberen. Et gëtt zanter 2017 siwe Schäffen. 
Zanter dem 17. Dezember 2013 ass d'Lydie Polfer (DP) Buergermeeschtesch. D'DP hat vun 2005 bis 2017 an enger Koalitioun mat deene Gréngen d'Majoritéit am Gemengerot. Vun 2017 un ass et an enger Koalitioun mat der CSV.

 

Schäfferot zanter de Gemengewale vun 2017

 Enn 2016 waren 114.090 Leit an der Stad ageschriwwen, dovun 80.788 Net-Lëtzebuerger. Dat si 70,81% vun der Populatioun. Vun den 163 Nationalitéiten, déi an der Bevëlkerung vertruede waren, koumen 105.216 (92,77%) Awunner aus Europa. 4.113 (3,28 %) vun den Awunner waren aus Asien, 2.457 (2,06%) aus Amerika, 2.111 (1,75%) aus Afrika an 102 (0,09%) aus Ozeanien. Fir 54 Awunner (0,04%) war hir Nationalitéit onbestëmmt a 37 Persounen (0,01%) waren Apatriden.

Zum selwechten Zäitpunkt war déi männlech Populatioun (58.398 also 51,19%) liicht an der Iwwerzuel par Rapport zu de Fraen (55.692 deemno 48,81%).

Stand: Dez. 2016.

Stand: Dez. 2016.

D'Ekonomie vun der Stad Lëtzebuerg berout virun allem op de Servicer. Eng besonnesch Roll spillt se als international Finanzplaz: Iwwer 150 Banken a soss Finanzinstituter sinn do aktiv.

Zu deene bekanntsten international aktive Firme mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg zielen Arcelor Mittal an d'RTL Group. Och den Handel spillt eng wichteg Roll.

De Sekundärsecteur do dergéint ass, nodeem d'Luxlait hir Molkerei 2009 geplënnert, Villeroy  Boch seng Fabréck 2010 zougemaach, an Heintz Van Landewyck 2017 seng Fabréck an d'Nordstad geplënnert hat, kaum nach vertrueden. Wat de Primärsecteur betrëfft: 2012 gouf et nach een eenzege landwirtschaftleche Betrib an der Stad, an zwar zu Märel.

Als Haaptstad a gréisst Stad am Land huet d'Stad Lëtzebuerg och verkéierstechnesch eng zentral Roll.

De Fluchhafe Lëtzebuerg läit um Findel, an der Gemeng Sandweiler, 6 km vun der Stad ewech. Als internationale Fluchhafe bestinn direkt Linne mat diversen europäesche Stied.

An der Stater Gare lafe verschidden Eisebunnslinnen zesummen:

Iwwer déi Linnen huet d'Stater Gare Uschloss un d'Linn 35 vum däitschen InterCity-Netz, déi vun Tréier bis an den Hafe vun Norddeich an Ostfriesland féiert, un d'TGV-Netz vun der franséischer SNCF mat enger direkter Verbindung op Paräis, op Léck mat dem InterRegio m, op Bruxelles-Midi mam dem InterCity J, op Nanzeg mat den Regionalexpresse vum TER Loutrengen, an op Nice respektiv Portbou iwwer den Lunéareseau.

Ausser der Haaptgare gëtt et nach e puer méi kleng Garen um Stater Territoire: déi vun Hollerech, Dummeldeng an Zens-Hamm, an zanter Enn 2017, déi vum Kierchbierg-Pafendall.

Pläng fir eng grouss nei Gare bei Zéisseng koumen an den 2000er Joren op; zanter der zweeter Hallschecht vun den 2010er Joren ass dovun awer näischt méi ze héieren.

D'Stad Lëtzebuerg bedreift, mat hirer Gesellschaft Autobus de la Ville de Luxembourg, en eegent Busnetz, bei deem eng 150 Bussen op 32 Linnen déi verschidde Quartieren ofdecken. Ausserdeem fuere ronn 120 Linne vum RGTR d'Stad Lëtzebuerg un.

Bis 1964 gouf et en Tram an der Stad. Wéinst dem ëmmer méi héijen Autosverkéier gouf et zanter den 1990er Jore Pläng, en nees anzeféieren. Deen éischte Projet, BTB genannt, deen Trams- an Zuchreseau hätt sollen uneneen uschléissen, fir sou e méi grousst Anzuchsgebitt ofzedecken ass wéinst dem Widderstand vun der Stater DP uganks 2000 op Äis geluecht ginn.

An de Joren duerno gouf un enger méi klenger Léisung laboréiert, déi d'Gare mam Kierchbierg soll verbannen. Am Juni 2012 huet d'Chamber dësem Projet zougestëmmt, deen zu 2/3 vum Staat an 1/3 vun der Stad finanzéiert soll ginn. Am Dezember 2017 gouf dat éischt Deelstéck vun der neier Tramslinn, provisoresch vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck, a Betrib geholl. Zanterhier gëtt se Stéck fir Stéck weider ausgebaut, bis ëm 2022/23 den definitven Tracé, dee vum Fluchhafe Findel bis bei den Nationalstadion goe soll, fäerdeg ass.

Zanter dem Mäerz 2008 gëtt et e Vëlo-Locatiounssystem, Vel'oH! genannt, dee vun enger privater Firma ënner Konzessioun bedriwwe gëtt, a bei deem een op ronn 50 verschiddene Plazen e Vëlo ausléinen an op enger anerer nees ofstelle kann.

An der Stad Lëtzebuerg gëtt et eng sëllege Muséeën an Ausstellungen: Der Stad ënnerstallt sinn d'Villa Vauban an de Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg. Staatlech Muséeën um Territoire vun der Stad sinn den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, den Nationalmusée fir Naturgeschicht, de MUDAM an de Festungsmusée. Z'ernimme sief och nach d'Galerie Am Tunnel, déi vun der Spuerkeess bedriwwe gëtt an de Biergercasino. 2016 huet de Regierungsrot gréng Luucht ginn, fir am Gebai vum Alen Atheneum, wou bis Hierscht 2018 d'Nationalbibliothéik dra war, e Musée fir modern Konscht vu Lëtzebuerg z'amenagéieren.

D'Stad Lëtzebuerg bedreift zwéi Theateren: de Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg an de Kapuzinertheater. Weider Theatersäll, déi de jeeweilegen Ensembele gehéieren, sinn de Kasemattentheater, den Théâtre du Centaure an den TOL.

Zu de Concertssäll um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg zielen d'Philharmonie, de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an Den Atelier.

Vill Kinoen an der Stad hunn an deene leschte Joerzéngten zougemaach, haut gëtt et nach den Artplex Utopia um Lampertsbierg an de Multiplex Kinepolis um Kierchbierg, déi allebéid vum Kinepolis Group bedriwwe ginn, an d'Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg, déi der Stad ënnersteet.

Zu de weidere Kulturariichtungen an der Stad ze ziele sinn d'Nationalbibliothéik an Nationalarchiv, zwou staatlech Institutiounen, an och d'Archiv, d'Bibliothéik an d'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg, souwéi eng Rëtsch privat Galerien, net ze vergiesse Gebaier wéi d'Coque, de Kulturzentrum Neimënster, den Espace culturel Cité oder de Carré Rotondes, wou reegelméisseg kulturell Evenementer opgefouert ginn.

D'Gemeng Lëtzebuerg ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:




#Article 335: Mompech (273 words)


Mompech (lokal: Mompich) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech am Kanton Iechternach.

Bis Enn 2017 war et den Haaptuert vun der Gemeng Mompech. Op den 1. Januar 2018 huet dës mat der Gemeng Rouspert fusionéiert.

Mompech läit ongeféier zwéin an en hallwe Kilometer vun der Sauer ewech op engem schife Plateau ënner der Kopp vum Pafebierg a béidsäiteg vum Dall vun der Kléngelbaach.

Mompech ass am Süden, am Westen an am Norde vu grousse Bëscher agegrenzt.

D'Uertschaft gouf an der eelster bis haut erhalener Quell 1220 als Mombach ernimmt. Méi spéit fënnt een d'Schreifweisen Mainpach (1363) a Mampach (1400).

Hir Grënnung schéngt op d'Réimerzäit zréckzegoen, wou do d'Strooss erop op d'Schanz vun där vun Iechternach op Waasserbëlleg ofgezweigt ass. 1970 goufe Reschter vun enger réimescher Villa ausgegruewen. Och am Bësch um Pafebierg goufe réimesch Iwwerreschter fonnt.

Vum 15. Joerhonnert bis un d'Enn vum 18. waren déi weltlech Häre vu Mompech déi vu Fiels, Lelleg, Branebuerg an deenen hir Nokommen, déi vu Betteng a Schuwenburg.

An den 1970er Jore goufen op de Floueren Op der Kopp an An der Uecht Eefamilljenhaiser gebaut; zanter den 1990er Joren ass et um Flouer Redt.

Obscho Mompech nëmmen an déi honnert Awunner huet, ass et awer de Sëtz vun der Gemeng. D'Gemengenhaus ass haut am ale Paschtoueschhaus ënnerbruecht, dat 1990 komplett restauréiert gouf. Aus där Zäit ass och de klenge Weier no dobäi, wou eng Skulptur vun engem Fräsch steet (d'Symbol vum Duerf).

Um Pafebierg sti véier grouss Wandrieder déi Stroum maachen (jiddwereent mat 500 kW). Et waren dëst déi éischt déi zu Lëtzebuerg opgeriicht goufen a si maache genuch Stroum fir 4.400 Stéit ze beliwweren.




#Article 336: Service (154 words)


Ee Service, och nach Déngscht oder Déngschtleeschtung genannt, ass eng Handlung, déi vun enger Persoun, enger Sociétéit, enger Maschinn oder engem Programm fir een anere gemaach gëtt, sief et mat oder ouni Géigeleeschtung.

An der Ekonomie gëtt e Service och alt net-materielt Gutt genannt; d'Produktioun an d'Konsommatioun geschéie gläichzäiteg. Et gëtt net eppes geschaf, mä transforméiert. E Coiffer produzéiert deemno keng Gidder, mä e Service.

Servicer ass de Sammelbegrëff vun deenen ekonomeschen Aktivitéiten, déi ënner dës Definitioun falen. Heiansdo seet een och Tertiäre Secteur dofir. Zu Lëtzebuerg spillen d'Servicer eng ëmmer méi wichteg Roll (kuckt dozou allgemeng: Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur a méi speziell: Servicer zu Lëtzebuerg).

Beim Lëtzebuerger Staat ass e Service eng Instanz vun enger Administratioun oder engem Ministère.

E Service ass en Ensembel vun Dëschgeschir am selwechten Design.

E Service ass, wann d'Iessen op den Dësch bruecht an op Telleren zervéiert gëtt.

Bei verschiddene Sportaarten (Tennis, Volleyball,... ass de Service d'Uspille vum Ball.




#Article 337: Star Trek (515 words)


Star Trek (eng.: Stärerees) ass en Iwwerbegrëff fir eng bis elo 5 Fernseeserien, enger Zeechentrickserie an 11 Kinofilmer. Star Trek ass beim Filmgenre Science-Fiction ze klasséieren an huet säin Ursprong an de 60er Joren.

An de fréiere 60er Joren huet de Gene Roddenberry en éischt Dréibuch fir seng geplangt Science-Ficiton-Serie, déi bis dohin nach keen Numm hat, geschriwwen an verschiddene Sender ugebueden. Fir d'éischt sollt dat berüümt Schëff USS Yorktown heeschen, gouf spéider awer an USS Enterprise ëmbenannt.
Mëtt der 60er huet de Gene Roddenberry d'Méiglechkeet kritt, en Pilotfilm ze dréinen, dee vum amerikanesche Fernseesender NBC awer ofgeleent gouf. Ze Usprochsvoll huet et op der enger Säit geheescht, op der anerer Säit hat de Sender och Angscht virun de Kriticken. The Cage (däitsch: Der Käfig) ass net ausgestraalt ginn.

NBC huet dem Roddenberry awer eng zweet Chance ginn. D'Bedingunge waren, datt déi komplett Besetzung sollt ausgetosch ginn, besonneschg de Mr. Spock  (Leonard Nimoy). Duerch seng spatz Oueren haten d'Produzenten Angscht, dem Public géif d'Serie als ze vill Satanistesch opfalen. De Roddenberry huet sech awer kënnen duerchsetzen, a sou ass de Mr. Spock op der Enterprise bliwwen an d'Majel Barrett (déi spéider mam Roddenberry bestuet war) huet d'Plaz vun der Éischter Offizéiesch misse géint eng Plaz op der Krankestatioun tauschen.

En neie Pilotfilm, Where No Man Has Gone Before (Spitze des Eisbergs) ass gedréit ginn. Mä amplaz vum Pilotfilm gouf direkt déi zweet Episod The Man Trap (Das Letzte seiner Art) gewossen. D'Serie, déi ënner dem Numm Star Trek (an Däitschland Star Trek: Raumschiff Enterprise) gelaf ass huet et op 79 Folge bruecht.
 
Wéi dunn 20 Joer méi spéit d'Spin-off-Sendunge gedréit goufen, ass den Numm vun der éischter Serie an Star Trek: The Original Series ëmbenannt ginn.

Star Trek ass d'Geschicht vun de Mënschen an der Zukunft. Am Joer 2061  (De 5. Abrëll) test den Zefram Cochrane déi éischt Kéier an der Geschicht vun der Mënschheet dat éischt Raumschëff  (d'Phoenix), dat Warp-Vitess erreeche kann. E vulkanescht Fuerschungsschëff, dat laanscht d'Äerd fléie soll, kritt dat mat a lant op der Äerd. Et kënnt sou zum .
Honnert Joer méi spéit, am Joer 2161 gëtt d'Vereent Federatioun vun de Planéiten  (eng.: UFP, United Federation of Planets) gegrënnt. D'Grënnungsmembere sinn d'Mënschen, d'Vulkanier an d'Andorianer.

Knapps honnert Joer méi spéit, an de 60er Jore vum 23. Joerhonnert, geet de Captain Kirk mat der Crew vun der USS Enterprise op déi berüümt .
Nach eng Kéier honnert Joer méi spéit, nom Joer 2363 geet en  vun der Raumfaart un. De Captain Picard iwwerhëlt de Kommando iwwer d'Enterprise NCC-1701-D. Vum Joer 2369 un zéien d'Cardassianer hiren Usproch op Bajor zréck an d'Federatioun iwwerhëlt, a Funktioun vum Oppasser, de Kommando ënner der Leedung vum Captain Sisko iwwer d', déi am Orbit vu Bajor ass.
Am Joer 2371 kritt de Captain Janeway de Kommando iwwer d' NCC-74656 a gëtt wärend enger Missioun mam ganze Schëff an den Delta Quadrant gezunn, dee 75.000 Liichtjoer wäit ewech läit. Eng laang Heemrees geet un. An der selwechter Zäit geet am Alpha Quadrant, speziell an der Géigend vun Deep Space Nine, de grousse Krich géint d'Dominion un.

כוכבים




#Article 338: Veianen (508 words)


Veianen (lokal: Veinen) ass eng vun den 12 Lëtzebuerger Stied a läit am Kanton mam selwechten Numm, am Nord-Oste vu Lëtzebuerg. Et ass den Haaptuert an déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng Veianen.

D'Landschaftsbild vu Veianen gëtt zu engem groussen Deel duerch den Ourdall bestëmmt dee sech vun Norden no Süden derduerch zitt. Op béide Säite leien héich Koppe mat géien Häng, déi mat Bëscher bewuess sinn, wouvun de gréissten de Biergerbësch am Westen ass. Op e puer méi flaachen Deeler op den Héichten, wéi um Scheierhaff am Osten, an op Schank an um Niklosbierg am Weste gëtt et Felder a Wisen.

Déi héchst Plaz ass den den Niklosbierg mat 497 Meter, respektiv 515 Meter um Däich vum Späicherbaseng vum Pompelspäicherwierk Veianen, an déi déifst Plaz ass am Dall vun der Our op der Grenz mat der Gemeng Tandel op ronn 200 Meter.

Ausser der Our, gëtt et nach verschidde kleng Baachen. Et sinn dat d'Bousterbaach, d'Schankerbaach, d'Kalchesbaach, an dKënzebaach, déi alleguer an d'Our lafen.

Nërdlech vum Scheierhaff huet d'Teggelbaach hir Quell, déi an Däitschland weiderleeft. Am Westen op der Gemengegrenz mat Pëtschent an Tandel huet d'Houschterbaach hir Quellen.

Den Ursprong vu Veianen ass wuel géint Enn vum Réimesche Räich ze fannen. Den Numm Veianen soll vum Keltesche Wuert Vien  hierstamen, dat da spéider als Vienna an Viennensis romaniséiert gouf. Géint Enn vum 4. Joerhonnert gouf eng éischt réimesch Festung um Fiels iwwer der Our gebaut.

Géint Ufank vum 11. Joerhonnert ginn d'Iwwerreschter vum réimesche Kastell zu enger éischter Mëttelalterlecher Buerg ausgebaut.

Géint 1124 soll de Friedrich I. Grof vu Veianen gebuer sinn, säi Brudder war de Gerrard Grof (oder Här) vu Klierf. Doraus léisst sech schléissen datt warscheinlech de Gerrard I. vu Sponheim, Här vu Clierf, hire Papp war. De Friedrich I. vu Veianen huet dann och weider un der Buerg gebaut, dës Phas ass ënner anerem den Ursprong vun der Buerg-Kapell an och vun de groussen, duebele Fënsteren am Palas.

Ufanks vum 13. Joerhonnert gouf d'Buerg ënner dem Friedrich III. weider ausgebaut, ënner anerem andeems en neien, grousse Palas gebaut gouf an d'Kapell am Romanesche Stil ëmgebaut gouf.

Den Heinrich I. huet nach virun 1253 d'Buerg am Gotesche Stil ëmbaue gelooss, an hir déi haut nach bekannte Form verpasst. Dës Zäit war dann och den Héichpunkt vun der Herrschaft vun de Veianer Grofen.

Zanter Ufank vun der Herrschaft vum Sponheim-Veianer Geschlecht gouf d'Herrschaft vun der Grofschaft Veianen op 136 Uertschaften an den Ardennen an der Äifel ausgebreet, an hir Grofe waren domat ënner deene wichtegsten Herrscher am ale Lotharingien, an domat dacks a Konkurrenz mat de Grofe vu Lëtzebuerg.

Den 22. November 1308 huet de Grof Philip II., Veianen e Fräiheetsbréif geschenkt mat deem d'Rechter a Flichte vun de Bierger festgeluecht goufen. Un dëst Stadrecht erënnert och d'Geriichtskräiz an der Veianer Uewerstad. D'Stad Veianen selwer war zu där Zäit schonn zanter Laangem befestegt, an hat bis zu 5 Paarten a 24 Tierm a senge Festungsmaueren.

Am 15. Joerhonnert hat d'Stad Veianen eng 3000 Bewunner a 400 Feierplazen, a war domat déi drëttgréisst Stad vum haitege Lëtzebuerg.




#Article 339: Kelteschen Oppidum um Tëtelbierg (528 words)


De Kelteschen Oppidum um Tëtelbierg ass an der Gemeng Péiteng ze fannen. Et war en Oppidum vun de Kelten, dee spéider vu Réimer a Kelte gläichzäiteg bewunnt war.

D'archeologesch Siten um Tëtelbierg sinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument klasséiert.

Den Oppidum läit op enger Héicht vun 395 Meter am Dräieck Déifferdeng - Péiteng - Rodange um Tëtelbierg.
D'Lag vum Oppidum hat zwéi Virdeeler:

Ronderëm den Oppidum ass eng Mauer, dee sougenannte Murus Gallicus, gelaf dee ronn 2700 Meter laang war. De Verlaf vun där Mauer ass och haut nach, 2000 Joer méi spéit, gutt ze gesinn - et handelt sech ëm deen zirka 10 Meter héije Wall, deen haut vu Beem bewuess ass an dee grosso Modo vum Schiethaischen Richtung Fond-de-Gras an duerno iwwer déi grouss Kräizung zréck bei de Kiem gaangen ass.

Mat bal honnertprozenteger Sécherheet kann een haut behaapten, datt den Tëtelbiergplateau schonn an der Steenzäit bewunnt war. Feiersteng, stengen Aaxten an aner stenge Geschier, dat do fonnt gouf, confirméieren d'Presenz vu fréie Kulturen. Och Zeien aus der Bronzzäit an aus der Eisenzäit sinn do fonnt ginn.

Tëscht 1000 a 500 viru Christus hu sech dunn d'Kelten, vun den ale Griiche Galater a vun de Réimer Gallier genannt, um Tëtelbierg breet gemaach. Den Cäsar huet a sengem De Bello Gallico iwwer d'Kelten aus der Géigend vum Tëtelbierg dat hei geschriwwen: Omnium gallorum fortissimi sunt belgae - vun alle Gallier sinn d'Belsch déi kéngst.

Eng Rei vu Quelle schwätze vun 10.000 Kelten, déi um 50 Hektar groussen Tëtelbiergplateau gewunnt sollen hunn.

Mat dem Enn vum gallesche Krich, dee vun 58 bis 51 viru Christus gedauert huet, hunn déi éischt Réimer sech um Tëtelbierg breet gemaach. D'Rumeur datt de Keeser Titus op den Tëtelbierg komm soll sinn an datt den Tëtelbierg doduerch säin Numm kritt huet ass wuel éischter eng vun deene ville Seeëcher déi sech am Laf vun der Zäit entwéckelt hunn.

Spéitstens no enger Revolt am Joer 29 viru Christus ass den Tëtelbierg mat engem klenge Kontingent vu réimeschen Zaldote besat ginn. Dëse Kontingent, nodeem en de Murus Gallicus ofgerappt hat, ass kuerz drop erëm ofgezu ginn. Duerch den Ausbau vum réimesche Verkéiersnetz verléiert den Tëtelbierg ëm 75 no Christus op eemol ganz séier u Bedeitung - den Tëtelbierg läit ze vill exzentresch an et gëtt nëmmen eng Strooss déi Arel mat Metz verbonnen huet an och relativ einfach vum Tëtelbierg aus z'erreeche war.

Am 3. Joerhonnert no Christus hat den Tëtelbierg ënner anerem duerch seng Glasfabrik, mä besonnesch och duerch seng Mënzschléieratelieren erëm u Wichtegkeet gewonnen, bis am Joer 275/76 déi réimesch Vicus-Baute beim Abroch vun de Franken an den Alemannen zerstéiert goufen. Dovun huet den Tëtelbierg sech ni méi sou richteg erholl a war vun elo u bedeitungslos. Déi lescht Mënzen déi um Tëtelbierg fonnt goufe si vum Arcadius (395-408) a vum Honorius (393-423), allen zwéi Bouwe vum Keeser Theodosius I.. Et schéngt, wéi wann d'Siidlung um Tëtelbierg definitiv tëscht 407 a 410 opgi gouf. Vun deem Moment un zitt et d'Leit an d'Däller, fir op de Weeden Akerbau a Véizuucht ze maachen.

Hei ass eng Iwwersiicht vun den Ausgruewungen. D'Nummere weisen, a wat fir engem Deel geschafft gouf. 




#Article 340: D'Aaxt vum Béisen (222 words)


D'Aaxt vum Béisen ass de 17. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga an ass 2003 erauskomm.

Nodeem de Charel Kuddel vun Demonstrante ferm zerschloe gëtt, an d'Kanner dem Félicie en déckt Ouer maache fir en Tattoo an e Piercing ze kréien, decidéiert de Charel d'Famill an den Auto ze paken, a bis erop bei seng Elteren an de Norde vum Ländchen an d'Vakanz ze fueren.

De Charel hëlleft sengem Papp um Bauerenhaff. Beim Gruewe vun engem Lach geschitt dat Onméiglecht: si fanne Pëtrol! Wéi den Attaché Vossintür am Regierungsrot erkläert beim Pëtrolsfeld ënner dem Lieu dit D'Aaxt vum Béisen handelt et sech ëm dee gréissten exploitable Gisement dee bis elo op der Welt fonnt ginn ass. An der Tëschenzäit huet de Superjhemp d'Lach mat Kachkéis emol erëm gestoppt an eis Häre vun der Regierung diskutéieren, wéi si sech de Pëtrol am beschten ënner den Nol rappe kënnen. Mä net nëmmen d'Luxusbuerger Regierung ass drun intresséiert. Och op där anerer Säit vum Atlantik kënnt d'Nouvelle un, datt et zu Luxusbuerg Pëtrolsreserve gëtt. Den Dummfeld zéckt net a beschléisst datt Luxusbuerg endlech léiere muss, wat et heescht, sech mat Nachméirika unzeleen. E Grond fir de Krich gëtt et natierlech och: Luxusbuerg huet eng geféierlech Massevernichtungswaff: Kachkéis !

(alphabetesch Lëscht vun de Personnagen déi an der Geschicht virkommen oder ernimmt ginn)




#Article 341: Alain Corneau (115 words)


Den Alain Corneau, gebuer de 17. August 1943 zu Meung-sur-Loire a gestuerwen den 30. August 2010, war e franséische Filmregisseur a Dréibuchauteur.

Dem Alain Corneau säin zweete Film Police Python 357 koum direkt gutt un, souwuel beim Public wéi bei der Kritik.
 
Mat Série Noire huet hien e Film gedréint, dee sou schwaarz ass wéi den Titel et seet. Déi pathetesch, tragesch an trotzdeem lächerlech Haaptpersonnagë vum Film gi vu Patrick Dewaere a Bernard Blier op eng magistral Manéier gespillt.

Mat dem Film Tous les matins du monde kritt d'Viole de Gambe vum Alain Corneau e Monument am Kino opgeriicht, a gläichzäiteg spillt de Jean-Pierre Marielle als Monsieur de Sainte-Colombe eng vu senge schéinste Rollen.




#Article 342: Rëmeleng (1171 words)


Rëmeleng ass eng vun den 12 Lëtzebuerger Stied a läit am Süde vum Kanton Esch. Et ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng Rëmeleng.

Rëmeleng läit an deem vun der Keelbaach gegruewene sougenannte Keeldall (Käldall fir d'Awunner). D'Koppe ronderëm si räich u Minett.

Den héchste Punkt vu Rëmeleng läit am Origerbësch op 434 m an deen déifsten an der Sauerwiss op 296 m.

Rëmeleng ass déi südlechst Uertschaft am Land (Grenzmaark FL-91 op 49° 26′ 53,7″), de südlechste Punkt läit awer an der Gemeng Keel (Maark FL-96 op 49° 26' 52).

Schonn am Joer 698 daucht den Numm Rumelacha an engem Dokument op, et kann awer net als sécher ugeholl ginn datt dee sech op dat haitegt Rëmeleng bezitt.

Den Numm kënnt eventuell vu Rum-ili, Land vun de Réimer. D'Endung -eng dogéint deit op e fränkeschen Urspronk hin. Wéi déi zwee zesumme passe gëtt hei drënner erkläert.

Ausser verstengerte Muschelen aus dem mëttlere Jura, Eckzänn vun engem Hielebier aus dem Äiszäitalter déi am Laangegrond fonnt goufen a Quarzitschaber aus der Steenzäit gëtt et keng archeologesch geséchert Fondsaachen aus der Fréizäit vu Rëmeleng. D'Rëmelenger Grouwenopsiicht Charel Limpach rapportéiert awer vun Aarbechter fonnt ural Galerien a Schlaken op Rëmelenger Terrain. Den Nicolas Charpantier entwéckelt doraus an aus der Analys vun ale Flouernimm an engem gewësse Schaarfsënn eng Theorie vum Urspronk vu Rëmeleng.

Him no gouf et, wann net schonn zur Keltenzäit, da spéitstens an der Réimerzäit am 3. Joerhonnert eng éischt Besiidlung vu Rëmeleng mam Zil fir Eisen ze gewannen, dat um Tëtelbierg entweder an de Mënzschléierateliere weiderverschafft gouf oder vun do an den Exporthandel op de grousse Réimerstroosse Metz-Arel-Tréier-Köln koum.

Hie geet dovun aus, datt an de Laangemaissen keltesch Sklave gehaust hunn, déi fir d'réimesch Hären ëm de Géigekeeser Tetricus hu missen a klenge Grouwen a Pafert am giele Lager, an am Heedefeldchen am bronge Lager an am Rëscheler Lach am groe Lager Minett ofbauen, deen dann um Pafertsbuer an um Ieweschbuer gewäsch gouf, am holzräiche Beiswénkel a Krommfuer a Renniewe zu Réigoss geschmollt gouf, an du mat Ween um Dellwee op Däitsch-Oth, Réideng, Nidderkuer a schlussendlech op den Tëtelbierg gefouert gouf.

Eng kleng Ekipp vu réimesche Wiechter huet sech wuel an Hëseng verschanzt, zoustänneg fir de Verbindungswee op den Tëtelbierg an der Rei ze halen a fir d'Transporter ze begleeden an ze beschützen.

D'Haaptwuecht géif een awer Op Rembuer lokaliséieren, no beim Waasserlaf, ongeféier op der selwechter Héicht wéi d'Laang Maissen. No Norden hi war déi natierlech Héicht e gudde Schutz, op deenen anere Säite koum no enger Zort Plëss a Glacis an engem (Häd) e Wall mat Pallisad (Walert) an eng Dréchemauer aus Holzfachwierk mat Steng dertëscht (Gebrannte Bësch).

Wéi de legitime réimesche Keeser Aurelian sech op de Wee an den Norde gemaach huet, fir sech d'Sonnerräich Gallien vum Tetricus zréckzehuelen, hu wuel och d'Häipen an d'Befestegungen zu Rëmeleng gebrannt. Déi déi iwwerlieft hunn, hunn d'Pick net méi an de Grapp geholl mä hunn als einfach Bauere weidergemaach, sou datt de Räichtem ënner dem Buedem fir vill Joerhonnerten an de Vergiess geroden ass.

Wa Germanen agefall sinn da konnte se déi entweder zréckschloen oder se hu sech bei de Kosengen um Aumetzer Plateau verstoppt bis datt de Stuerm eriwwer war a se nees alles opbaue konnten. Vill méi schlëmm koum et wéi d'Hunnen ënner hirem Kinnek Attila am Joer 451 a Gallien agefall sinn a beim Marsch vun Tréier op Metz och duerch d'Gebitt vum spéidere Lëtzebuerg koumen. Anscheinend hu se am Hësengerlach eng Zäitche gerascht, well nach bis an d'16. Joerhonnert era gouf déi Plaz och nach Hunnendall genannt.

D'Franken, déi vu 413 u virun allem luusse koume fir ze plëmmen, hu sech spéitstens ëm d'Joer 480 definitiv an der wäitleefeger Géigend néiergelooss. Apaart de Streech vu Fréiseng an Englengen am Osten, Piisseng a Lidleng an der Mëtt, bis Péiteng an Hierkereng am Westen, huet hinne gutt gefall, sou datt se do sou sëllechen nei Siidlungen ugefaangen hu wéi soss néierens an der spéiderer Grofschaft. D'Rumili déi wuel op der Plaz waren hu se net weider gestéiert a se hunn hir Siidlung eventuell no hinne benannt.

Eng éischt Kéier gëtt Rëmeleng wéi gesot 1297 als Rumelenges an engem Akt vum Simon, Här vu Keel ernimmt.

Wärend der ganzer Feudalzäit ass d'Grenz tëscht Grofschaft/Herzogtum Lëtzebuerg a Grofschaft/herzogtum Bar duerch Rëmeleng gaang. D'weltlech Häre vu baresch-Rëmleng waren d'Schlasshäre vun Ëtteng, déi vum Grof vu Bar e Lehe kruten. Well déi awer 1368 der Stadter Mënsterabtei en Deel vun hire Rëmlenger Gidder verkaaft hunn, hate se duerno nëmme méi dräi Haiser rescht (vun den insgesamt 12 Haiser am 15.Jh.). Trotzdeem hu se um drolege Recht vun der Kiermesherrlechkeet festgehalen, wat bedeit huet datt all Joers vum 7. September mëttes bis den 9. September mëttes den Ëttenger Här op Rëmleng koum fir d'héich, mëttel an ënnescht Geriichtsrechter ze vollzéien, an zwar net nëmme fir säi Grapp Haiser mee fir ganz Rëmeleng, als och fir deen Deel deen zum Zolwer Haff Keel gehéiert huet. Fir eng Bagatell vun Näischnotzegkeet koum een un de de Stielesteen (Pranger, Lomperank) deen am ënneschten Hädterwee war. Gouf awer een zum Doud veruerteelt, sou gouf en um Här sengem Gaalgen um Ëttenger Gaalgebierg opgehaangen. Donieft huet den Ëttenger Här och d'Moossen a Gewiichter kontrolléiert an de Präis fir Wueren a Wäi festgesat.

Rëmleng hat spéitstens 1384 eng eege Kapell um Kierchbierg, mee well relativ dacks net mol e Kaploun do war hunn d'Leit trotzdeem missen an d'Keeler Parkierch um Péitersbierg goen.

Wéi d'Marie vun der Bourgogne, Herzogin vu Lëtzebuerg, 1477 Krich géint Frankräich a Loutrengen huet misse féieren, ass am Raum Rëmeleng-Beetebuerg vill gebrandschaatzt ginn. Dat klengt Dierfge Morweng, dat am haitege Flouer Uewertéiteng louch, ass souguer ganz verschwonnen.

Ganz uerg ass et am Drëssegjärege Krich ginn, wärend deem 1633 en plus nach d'Pescht koum. Vill Awunner si mat hirem Véi an d'Bëscher geflücht, wou se an Hiele gehaust hunn an der en etlech den Hongerdoud gestuerwe sinn an net méi zréckkoumen. Wee sech am Duerf blécke gelooss huet hat et sécher net besser, well d'Truppe waren immens grausam Kaschtgänger. An där Zäit gouf wuel och de Miltgeshaff komplett zerstéiert.

De 24. Juni 1803 ass Rëmeleng zesumme mat Uewertéiteng eng eege Par ginn.

Nach 1823 war Rëmeleng eng butzeg Uertschaft, d'Haiser stoungen all ëm den Uertskär dee sech ëm d'Kierchestrooss, déi spéider Batty-Weber Strooss an déi spéider Kierfechtsstrooss forméiert huet. Do wou haut den Uertskär ass, bei der Maartplaz, war viraals net gutt baue well d'Keelbaach huet dunn nach sou vill Waasser gefouert datt se bei Reen dacks iwwer d'Uwänner gaangen ass an den Dall iwwerschwemmt huet.

D'Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng/Ëtteng ass 1860 opgaangen. 1884 koum d'Streck Téiteng-Laangegronn derbäi, sou datt de Minettstransport mat Karen endgülteg ophéiere konnt.

Rëmeleng huet bis 1891 zu der Gemeng Keel gehéiert. Duerch d'Gesetz vum 27. Juni 1891 gouf déi onofhängeg Gemeng Rëmeleng geschafen. Zu der neier Gemeng huet nieft der Uertschaft Rëmeleng och de Weiler Uewertéiteng (Haut-Tétange) gehéiert. Den éischte Buergermeeschter war den Industrielle Jean-Pierre Nau, dee seng Nominatioun de 24. Oktober 1891 krut.

Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 krut Rëmeleng den Titel Stad.

 




#Article 343: Raiders of the Lost Ark (113 words)


De Film Raiders of the Lost Ark (Jäger des verlorenen Schatzes, Les Aventuriers de l'arche perdue) ass den éischten Deel vun der Indiana Jones-Trilogie.

Den Indiana Jones, Archeologieprofesser an Expert wann et drëms geet, verschwonnen Artefakten erëmzefannen, gëtt 1936 vun der US-Regierung beoptragt, d'Bundeslade ze sichen. Dëst entwéckelt sech zu engem Contre-la-montre mat de Nazien, déi och op der Sich sinn. An der Bundeslade sinn nämlech net nëmmen d'Zéng Geboter, mä si ass och eng mächteg Waff an däerf op kee Fall an déi falsch Hänn geroden. Den Indy kritt Hëllef vun der flotter Marion Ravenwood a vum guddmiddege Sallah. Zesummen erliewe si eng Aventure déi si vum Nepal bis op Kairo féiert.




#Article 344: Indiana Jones and the Temple of Doom (101 words)


Indiana Jones and the Temple of Doom (Indiana Jones und der Tempel des Todes, Indiana Jones et le temple maudit) ass den zweete Film aus der Indiana Jones-Trilogie.

No enger klenger Meenungsverschiddenheet an enger Bar zu Hong Kong lant den Archeolog Indiana Jones zesumme mam 12 Joer ale Short Round an der Sängerin Willie am déifsten indeschen Dschungel. Do fanne si e klengt Duerf wou d'Awunner gleewen, datt iergendeng béis Muecht hir Kanner klaut, nodeem en hellege Steen aus dem Duerf verschwonnen ass. Den Indy mécht sech also op de Wee dëse Steen ze fannen, a geréit dobäi un de Kali-Kult.




#Article 345: Brendan Behan (651 words)


De Brendan Francis Aidan Behan gebuer den 9. Februar 1923 zu Dublin, an och do den 20. Mäerz 1964 gestuerwen, war Schrëftsteller, Journalist, IRA-Aktivist an ee vun deene bedeitendsten ireschen Dramatiker vum 20. Joerhonnert. Hien huet op Englesch an op Gälesch geschriwwen.

Dem Brendan Behan säi Liewe war kuerz, rosen an intensiv. Hie war de Jong vum Usträicher a Gewerkschaftsaktivist Stephen Behan a senger Fra Kathleen Kearney. En hat zwéin eeler Hallefbridder, dräi Bridder, déi méi jonk ware wéi hien, an eng Sëschter. Wéi de Brendan op d'Welt koum, souz säi Papp am Prisong, well e fir d'IRA geschafft hat. D'Famill Behan, aarm awer gebilt, huet um Rand vum engem Slumquartier gewunnt.

Vun 1939 bis 1947 souz de Brendan Behan bal déi ganzen Zäit am Prisong.

Am Alter vun 13 Joer ass en aus der Schoul gaangen, mat 16 Joer huet en der IRA gehollef, Sprengstoffuschléi an England z'organiséieren. Mä ier et zu eppes Eeschtes koum, gouf hien 1939 zu Liverpool gepëtzt an zu dräi Joer Jugendprisong verurteelt. Déi zwee Joer, déi en do verbruecht huet, fanne mer spéider a sengem autobiographesche Roman Borstal Boy erëm.

Kuerz nodeem hien 1941 entlooss gouf, soll en 1942 bei zwéi Polizistemuerden dobäi gewiescht sinn. Hie gëtt fir d'éischt am Dubliner Mountjoy-Prisong, am Arbour Hill an duerno am schlëmmen Internéierungslager Curragh agespaart. D'Uerteel war 14 Joer, mä wéinst enger Generalamnestie koum e schonn 1946 eraus.

Spéider ass de Behan nach e puermol an de Prisong komm wéinst Hëllef zur Flucht, Randaléieren a wéinst dem Alkohol, sengem gréisste Problem. Och déi Zäit léisst sech noliesen a sengem Confessions of an Irish Rebel (Bekenntnisse eines irischen Rebellen). Mam Häerz houng de Brendan Behan um lénkse Flillek vun der IRA, um Sozialismus. Zur selwechter Zäit war hien och e frommen, praktizéirende Katholik.

Nodeem de Behan aus dem Prisong entlooss war, huet hien eng Zäitchen als Usträicher geschafft. Awer schonn am Mountjoy-Prisong hat en ugefaange mat schreiwen.

Säin éischt Stéck The Landlady a Kuerzgeschichten hat en am Prisong geschriwwen. E puer dovu goufe vun der Literaturzäitschrëft The Bell gedréckt. Nodeem en 1947 zu Manchester nach eng Kéier agesat gi war, gouf hien op e Schëff fir a Frankräich gesat. Zu Paräis gouf de Behan ënner anerem vum Samuel Beckett a vum Albert Camus encouragéiert fir ze schreiwen, an hien huet alles geschriwwen, wat Geld abruecht huet.

De Brendan Behan hat ni geléiert mat sengem Succés eens ze ginn, en hat souguer Angscht dowéinst. D'Suen, déi hie mat senge Stécker verdéngt huet, ass dee gréissten Deel hanner de Comptoir gaangen. Hien huet souguer net mam Alkohol opgehalen, wéi e vun 1956 un huet misse Medikamenter wéinst sengem Diabetes huelen.

Duerch seng iwwerspaant Liewensweis koum e bal net méi zum Schreiwen. Seng lescht Wierker huet en op Tounband diktéiert, sou zum Beispill Brendan Behan's Island, Brendan Behan's New York, Confessions of an Irish Rebel a säi Krimi, The Scarperer (däitsch: Der Spanner, dee posthum erauskoum. D'selwecht war et mat sengem leschten Theaterstéck Richard's Cork Leg (deutsch: Richards Korkbein), dat zwar op engem Kierfecht spillt, awer vu Fréilechkeet iwwerschaimt.

Duerch den Alkohol an den Diabetes aus dem Liewe gehäit, ass de Behan 1964 mat 41 Joer am Dubliner Meath-Spidol gestuerwen. Déi iresch Dageszeitung Daily Express huet dat an engem Noruff sou beschriwwen: Ze vill jonk fir ze stierwen, awer ze vill besoff fir ze liewen. D'IRA huet bei sengem Begriefnes eng Eéirendelegatioun gestallt.

De Behan läit um Glasnevin Cemetery begruewen, deem gréisste kathoulesche Kierfecht zu Dublin, net wäit ewech vum Christy Brown, dem Auteur vu My Left Foot an dem Michael Collins, deem éischten international unerkannten iresche Regierungschef.

Dem Behan säi Monni, de Peader Kearney ass den Auteur vun der irescheer Nationalhymn, dem Amhrán na bhFiann, op Englesch Soldier's Song. En anere Monni, de P. J. Bourke war Intendant vum Dubliner Queens Theatre, an ee vum Bourke senge Jonge war den Dramatiker Seamus de Burca, deem säin engleschen Numm James Bourke ass.




#Article 346: Douglas Slocombe (165 words)


Den Douglas Slocombe, gebuer den 10. Februar 1913 zu London an och do den 22. Februar 2016 gestuerwen, war en englesche Filmkameramann a Fotograf.

Den Douglas Slocombe huet seng Jugend zu Paräis verbruecht, wou säi Papp Diplomat war an an engems Auslandskorrespondent vun Zeitunge wéi dem Daily Express oder The Evening Standard. Wann den Douglas un de Weekenden aus dem Internat heem koum, huet en d'Frënn vum Haus kennegeléiert, den James Joyce, den Sinclair Lewis an nach anerer. No der Sorbonne huet de Slocombe drop gelauert, fir beim Film eng Aarbecht ze fannen. Mä vun der franséischer Administratioun krut hie keng Erlabnes. Sou koum et datt hien zwee Joer zu London an der Noriichteredaktioun vum englesche Büro vun der United Press geschafft huet. En hat déi Zäit ëmmer seng Leica bei sech a sou konnt hie Paris-Match a Life munnech Fotoe verkafen.

E puer vu senge Filmer aus där Zäit:

Säin allerleschte Film war 1989 dem Steven Spielberg säin Indiana Jones and the Last Crusade.




#Article 347: New South Wales (395 words)


New South Wales ass den eelsten a meeschtbevëlkerten australesche Staat mat als Haaptstad Sydney.
Diversitéit vun New South Wales ass enorm. Endlos laang Plagen, Eukalyptusbeembëscher, romantesch Séien, Farmen, riseg Nationalparken déi vum Dschungel bis zur Wüst ginn, subtropesch Hëtzen a Minustemperaturen an de Schigebieder vun de Snowy Mountains.
Vun der ganzer Bevëlkerung vun New South Wales wunnen der eleng zu Sydney scho 4 Milliounen. De Rescht vun New South Wales ass zimmlech dënn bewunnt.

New South Wales läit op der Ostküst vun Australien mat enger flaacher Géigend am Westen, de Bierger un der Küst Great Diving Range, der Neuenglandketten am Norden, de Blue Mountains am Zentrum an dem héchste Bierg aus den australeschen Alpen, dem Mount Kosciuszko (2230 m) am Süden. D'total Fläch huet 801.600 km².

New South Wales gëtt a 14 Regiounen agedeelt: Central West (CW), Far West (FW), Hunter (HT), Illawara (IL), Murrumbidgee (MG), Murray (MR), Mid-North Coast (NC), Nothern (NR), North Western (NW), Richmond Tweed (RT), South Eastern (SE), Sydney Inner (SI), Sydney Outer (SO) an Sydney Surrounds (SS).

New South Wales war déi éischt brittesch Kolonie an Australien a gouf 1770 vum James Cook entdeckt. Et huet de ganzen Oste vun Australien ëmfaasst. 1859 gouf Queensland ofgetrennt an 1911 Australian Capital Territory mat Canberra, der australescher Haaptstad.

En Drëttel vun der australescher Bevëlkerung lieft an New South Wales, virun allem un der Küst an zu Sydney. 26 % vun der Aboriginies-Bevëlkerung lieft och hei am Bundesstaat.

Batemans Bay huet 9500 Awunner a läit beim Clyde River 240 km südlech vu Sydney. An der Géigend leien och den Nationalpark Murramurang a den Jervis Bay Nationalpark.

De Murramurang huet eng spektakulär Küst déi aus Sandplagen, géie Fielsen an Hiele besteet, intressant fir Wanderer a Fossilieninteressenten.

De Jervis Bay läit ëm déi 100 km nërdlech vun der Batemans Bay. An de Buchte kann een Delphinen a Pingouinen, am Wanter souguer Walen, nokucken. Papageien, Känguruen a Wallabie sinn och do ze gesinn.

Snowy Mountains

Byron Bay ass bekannt fir seng vill Méiglechkeete fir Waassersportaktivitéiten, wéi z. B. Surfen. D'Hannerland besteet gréisstendeels aus Bierger an Dschungel. Zwou bekannt Plage si Main Beach a Watego's Beach

Cape Byron

Dorrigo National Park

Mount Warning

Lake Mungo

Port Macquarie läit beim Hasting River, 420 km nërdlech vu Sydney, an huet 34000 Awunner. Déi kleng Stad gouf 1821 vu brittesche Prisonéier gegrënnt an ass eng vun den eelsten australesche Siidlungen.




#Article 348: Nërdlechen Territoire (198 words)


Den Nërdlechen Territoire, och Outback genannt, ass ee vun den australeschen Territoire mat als Haaptstad Darwin.

D'Briten hunn dunn am Norden dräi Siidlungen opgeriicht. Mä déi haart Liewensbedingungen op dësem onwirtschaftlechem Buedem hunn de Projet fir wäiss Zivilisatiounen do opzebauen zum Enn bruecht.

D'Geschicht vum Northern Territory no der Kolonisatioun ass vun ongënschtegen Awierkunge markéiert. Darwin gouf zweemol zerstéiert: 1940 duerch Bomme vun der japanescher Loftwaff an 1974 duerch e Wierbelstuerm.

Den Northern Territory huet eng Fläch vun 1,35 Mio. km² a grenzt am Osten u Queensland, am Süden u Südaustralien an am Westen u Westaustralien.
Den Nërdlechen Territoire ass am Norden tropesch an zur Mëtt zou läit déi rout Wüst.

Den Nërdlechen Territoire huet sech gutt duerchgesat an ass zu engem vun deene wichtegsten Ziler fir Touriste ginn.
Wichteg Fakteuren am Tourismus sinn den Uluru-Kata Tjuta Nationalpark mam bekannten Ayers Rock, de Kings Canyon, d'„Haaptstad vum Outback“ Alice Springs an den Top End an deem de Kakadu Nationalpark läit, sou wéi d'Ahrnem Land.

Nieft verschiddenen Grondmaterialie gëtt och nach Randfleesch, Krokodilfleesch, Fësch a Pärelen an Asien exportéiert.

Den Didgeridoo ass e Blosinstrument aus der Famill vun den Aerophonen a gëllt als traditionellt Museksinstrument vun den nordaustraleschen Aborigines.




#Article 349: Sydney (378 words)


Sydney ass eng lieweg, multikulturell Metropol an Haaptstad vum eelsten australesche Staat New South Wales. Si gëllt als eng vun de schéinste Stied op der Welt. Sydney ass de wirtschaftlechen a kulturellen Zentrum vun Australien a mat 4,5 Milliounen Awunner déi gréisst Stad vum Land.

Vu virun ongeféier 40.000 Joer un gouf dat haitegt Stadgebit vun den Aboriginies bewunnt. De 26. Januar 1788, och Australia Day genannt, ass déi éischt wäiss Siidlung am Port Jackson Bay gegrënnt ginn. De Captain Arthur Phillip huet 800 Prisonéier aus England do vu Bord gelooss. Et war also fir d'éischt eng Strofkolonie. Méi spéit gouf d'Stad zum Mëttelpunkt vun der Kultur an der Wirtschaft vun Australien. D'Expansioun gouf gréisstendeels vun europäeschen duerno vun asiateschen Immigrante gedroen. The Rocks ass den Ursprong an d'Häerz vu Sydney.

Sydney zitt sech iwwer 100 km laanscht Küst, 70 km an d'Banneland a läit am Duerchschnëtt dräi Meter iwwer dem Mieresspigel. 
Dem Port Jackson, den natierlechen Hafe vu Sydney, säin Haaptaarm huet eng Fläch vu 55 km² an ass 19 km laang. Vun him ginn nach eng sëllegen aner Mieresäerm aus, wéi zum Beispill de Middle Harbour.
D'Metropolregioun geet vum Hawkesbury River am Norde bis zur Botany Bay am Süden a vun de Blue Mountains am Weste bis zum Pazifeschen Ozean am Osten.
Zu Sydney huet een och iwwer 70 verschidde Plagen, dorënner déi weltbekannten a vu Surfer beléifte Plagen Bondi Beach a Manly Beach.

Knapps 4,5 Millioune Leit wunnen a 450 Viruertschaften. Hei lieft all 5ten Australier.
D'Awunnerzuel vu Sydney huet sech vun 1,9 Milliounen am Joer 1954 bis haut verduebelt.

Sydney huet e subtropescht Klima. Am Summer ass et sonneg a waarm, am Wanter reenereg a kill.
Déi duerchschnëttlech Jorestemperatur läit bei 17,9 Grad Celsius. Déi wäermst Méint si Januar a Februar an de keelste Mount ass de Juli. Dee meeschte Reen fält am Mäerz, dee mannsten am Juli.
Sydney huet 6,8 Sonnestonnen pro Dag an 138 Reendeeg am Joer.

Sydney ass e grousst Industrie-, Handels-, Finanz- an Transportzentrum. De gréissten Deel vum australeschen Aussenhandel gëtt iwwer Sydney ofgewéckelt.
Produzéiert gi virun allem Autoen, elektresch Aparater, Maschinnen, Metallprodukter, Iesswueren, Pëtrolsprodukter an Textiller. Déi wichtegst Exportwuere si Fleesch, Weess a Woll. 
De Fluchhafe vu Sydney ass dee gréissten an Australien a wichteg fir den internationale Loftverkéier.




#Article 350: Tous les matins du monde (130 words)


De Komponist Marin Marais (* 1656 zu Paräis) erënnert sech u seng Jugend. En denkt u säi Léiermeeschter, de Monsieur de Sainte-Colombe, deen him d'Spill op der Viole de Gambe bäibruecht huet. . Awer och seng Relatioune mat dem Madeleine an dem Toinette, de Meedercher vum Monsieur de Sainte-Colombe, kommen him an Erënnerung, besonnesch dat tragescht Schicksal vum Madeleine.

De Jordi Savall huet d'Musek vum Film deelweis selwer geschriwwen oder arrangéiert. Hien huet awer och Originalmusek aus der Zäit vum Marin Marais an de Film agebaut.

Ausser dem Ensembel Le Concert des Nations hunn am Film follgend Instrumentalsoliste matgwierkt: Jordi Savall, Fabio Bondi, Rolf Lislevand, Pierre Hantaï a Jérôme Hantaï.

Gesank: Montserrat Figueras a Marie-Christine Kiehr

De Sainte-Colombe gëtt Monsieur de Sainte–Colombe genannt, well säi Virnumn net méi bekannt ass.




#Article 351: Mamer (156 words)


Mamer ass eng Uertschaft am Kanton Capellen an den Haaptuert vun der Gemeng Mamer.

Mamer läit am Dall vun der Mamer, westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Capellen. Ronderëm leie Kielen am Norden, Stroossen a Bartreng am Osten, an Dippech am Süden, Holzem a Capellen am Westen.

Duerch Mamer leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.

Mamer gëtt an engem Schenkungsakt vum 8. Abrëll 960, an dem d'Gräfin Liutgardis, d'Uertschaft Mambra, déi si vun hiren Eltere Wigerich an Kunigunde geierft hat, un d'Klouschter Sankt Maximin vun Tréier verschenkt, fir d'éischt schrëftlech ernimt.

Zu Mamer, an an der noer Ëmgéigend gëtt et en Netz vun Trëppelpied dat eng Totallängt vun 41 Kilometer huet. Nieft dem Circuit autopédestre am Juckelsbësch deen 9 Kilometer laang ass, sinn déi aner 6 gezeechent Pied tëscht 3,7 a 6,3 km laang. Eng Kaart mat den Trëppelpied kann een op der Mamer Gemeng gratis kréien.




#Article 352: Monnerech (233 words)


Monnerech ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Esch-Uelzecht. Si ass den Haaptuert vun der Gemeng Monnerech.

D'Uertschaft Monnerech ass eng vun deen eelsten am Land: schonn am Joer 965 gouf se an engem offiziellen Akt ernimmt, deen d'Cessioun vun den herrschaftleche Rechter, déi de Grof Siegfreid um Duerf hat, mat der Abtei Iechternach gereegelt huet. Déi éischt chrëschtlech Kierch (aus dem 10. Joerhonnert) stoung warscheinlech net wäit ewech vun do, wou déi haiteg Kierch steet, dat heescht bei der Kräizung vun der Escher Strooss mat der Kierchestrooss.

Duerch seng geographesch Lag - tëscht dem Herzogtum Lëtzebuerg a Loutrengen - hat Monnerech wärend dem ganze Mëttelalter eng zimmlech beweegt Geschicht.

Hexeprozesser huet et géint d'Enn vum 16. Joerhonnert an ëm 1620 ginn. D'Pescht huet d'Awunnerzuel ëm d'Hallschent reduzéiert. D'Iwwerfäll vu Sëldner hu wärend deene sëllege Kricher vum 17. Joerhonnert d'Duerf méi wéi eemol niddergebrannt.

Trotzdeem, dat 18. Joerhonnert a besonnesch déi éisträichesch Herrschaft ënner der Maria Theresia hunn d'Liewensqualitéit däitlech verbessert d'Awunner vum Duerf, wéi och vum ganze Land.

D'Entwécklung vun der Siderurgie géint Enn vum 19. Joerhonnert, déi Nopeschuertschafte wéi Esch-Uelzecht, Déifferdeng oder Diddeleng a richteg Stied verwandelt huet, hat kaum Afloss op Monnerech an aner Uertschaften an der Gemeng. Déi Dierfer blouwen duerch den Akerbau markéiert. Eréischt nom Zweete Weltkrich a virun allem an den 1970er an 1980er Jore gouf et eng reegelrecht Bevëlkerungsexplosioun.

De Spëtznumm vun de Monnerecher ass Monnerecher Bounesäck.




#Article 353: Munneref (284 words)


Munneref (offiziell: Mondorf-les-Bains) ass eng Uertschaft am Kanton Réimech an Haaptuert vun der Gemeng Munneref.

Munneref läit un der Gander resp. Albaach, déi d'Grenz mat Frankräich mécht. Op der Südsäit läit d'Dierfche Mondorff.

Déi éischt Awunner op der Plaz ware Kelten. D'Réimer sinn ëm -65 an d'Géigend komm an aus dëser Zäit staamt de Kaaschtel, déi d'Réimer op enger keltescher Festung gebaut hunn. De Kaaschtel sollt d'Strooss Metz-Tréier schützen.

D'Franken hunn dunn der Uertschaft hiren Numm ginn. Dem Karl dem Grousse seng Niess Muomina huet all hir Gidder der Iechternacher Abtei vermaacht, dorënner war och dat klengt Duerf, dat dunn Muomendorph gedeeft gouf. De Karl de Groussen huet d'Hildegarde de Thionville bestuet a war doduerch gezwongen, d'Streck Diddenuewen - Oochen méi dacks ze fueren, soudatt hie Relaise baue gelooss huet, sou och eng Residenz zu Munneref.

Munneref läit op der Grenz tëscht dem germaneschen a romaneschen Deel vun Europa an huet doduerch ëmmer ënner Kricher gelidden, d'Duerf gouf dacks geplënnert an ofgebrannt.

De Versailler Vertrag vun 1769 zitt déi haiteg Grenz tëscht Lëtzebuerg a Frankräich an deelt domat d'Duerf Mondorff an zwéin Deeler.

D'hollännesch Herrschaft am 19. Joerhonnert huet d'Schicksal vum fréiere Baueren- a Wënzerduerf nohalteg geännert. Wéinst dem hollännesche Monopol an den extreem héije Präisser vum Salz gouf am ganze Land dichteg no eegene Salzlagere gesicht.

De Munnerëffer Notaire Ledure, deen heefeg op Oochen a Kuer goung, huet fonnt datt d'Waasser vun enger Munnerëffer Baach dem Oochener Thermal(-salz-)waasser am Gout geglach huet. No erfollegräicher Buerung gouf eng Thermalquell fonnt, soudatt der Grënnung vun engem Thermalbad näischt méi am Wee stoung. D'Hotellerie ass zu Munneref zum Wirtschaftsfaktor Nummer 1 avancéiert.

Duerch d'Gesetz vum 28. August 1878 krut d'Uertschaft d'Recht fir sech Mondorf-les-Bains ze nennen.




#Article 354: Munzen (109 words)


Munzen ass eng Uertschaft an der Gemeng Klierf. Bis Enn 2011 war et den Haaptuert vun der Gemeng Munzen, déi du mat Klierf fusionéiert huet.

D'Duerf Munzen ass zanter laangem wäit iwwer seng Grenzen eraus bekannt, besonnesch wéinst senger Kierch, där hir eelsten Deeler aus dem 13. Joerhonnert sinn, oder wéinst dem Haupeschmaart, dee bis an d'17. Joerhonnert zréckgeet.

Munzen gouf eng éischt Kéier am Joer 839 ernimmt als Muniheistati in Arduenna. Aner Nimm waren 1404 Monshusen, 1417 Moinshuis, 1419 Muynshusen, 1527 Muentzhusen a 1598 Muntzhausen. Vum Joer 986 un a bis zum Enn vum Mëttelalter war Munzen zesumme mat Housen eng eenzeg Par, awer mat zwou getrennte Verwaltungen.




#Article 355: Péiteng (122 words)


Péiteng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Esch-Uelzecht an Haaptuert vun der Gemeng Péiteng.

Péiteng gëtt fir d'éischt am Joer 938 an enger Charta historesch ernimmt an zwar ënner dem Numm Perdgitten. Dem Professer Jos. Meyers no kënnt den Numm Péiteng vum Numm vun der fränkescher Sipp Petto hier. Am Laf vun der Geschicht huet Péiteng verschiddenen Herrschafte gehéiert.

Péiteng läit un de Linne 70 a 60 vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
Un de Stroosseverkéier ass d'Uertschaft ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N 5, N 5b, N 5c, N 5f, N 31 an den CR111.
Soss ass se nach un den ëffentleche Persounentransport ugeschloss iwwer d'Buslinnen 1, 3, 13 a 14 vum TICE, wat fréier eng Tramsstreck war.

 

Déi Péitenger Awunner droen de Spëtznumm Wandjangen.




#Article 356: Gemeng Préizerdaul (853 words)


D läit am  an ass eng vun den  lëtzebuergesche Gemengen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft , no där d'Gemeng bis 2001 genannt war.

Et ass eng vun deene Gemengen zu Lëtzebuerg, déi net den Numm vun enger Uertschaft hunn: „Préizerdaul“ ass de lokalen Numm vum „Préizer Dall“, deemno dem Dall ronderëm d'Uertschaft Proz.

Zur Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:

Ofgesi vun e puer Vogteien déi am Préizer Dall louchen an déi den Herrschafte vun Iewerleng, Ell oder Nojem gehéiert hunn, huet de ganze Préizer Dall an der Feudalzäit zur Propstei Arel gehéiert, déi et fir de Landesfürst ënnert der Bezeechnung „Haff Proz“ verwalt huet.

Iwwerdeems Proz a Platen vu réimeschem Ursprong sinn, war Rëmerech eng fränkesch Siidlung. Eng Uertschaft Biebereg (Bettborn) gouf et weder an der réimescher nach an der fränkescher Zäit. An der Keltenzäit gouf et do e Gëttersteen a Verbindung mat engem Pëtz (Buer, vum dt. Born), wou méiglecherweis déi dräi „Beten“ veréiert gi sinn. Dëst ka vläicht eng Erklärung fir d'Bezeechnung Bet-born sinn. Am 7. Joerhonnert gouf do eng Kapell opgeriicht, déi der Muttergottes geweit war. Eréischt géint Ufank vum 2. Joerdausend sinn e puer Haiser bei der Kapell gebaut ginn.

Datt ënnert Franséischer Herrschaft de Préizer Dall zu enger „Agence“ mam Numm „Bettborn“ erhuewe gouf, war pueren Zoufall. Op der Sich no engem Municipalitéitskommissär krut den Anton Knaas, en Notaire aus der Géigend dëst Amt ugebueden. De Knaas hat sich, kuerz nodeem d'Fransouse komm sinn, no bei der (Biebereger?) Kierch een Haus gebaut, dat en och als Sëtz vun der Agence benotzt huet. Domat war d'Agence Biebereg zoustänneg fir déi 3 Dierfer vum Préizer Dall: Proz, Platen a Rëmerech. Well de selwechten Notaire ënnert napoleoneschem Regime och zum Buergermeeschter ernannt ginn ass, huet hien d'Bezeechnung „Gemeng Biebereg“ bäibehalen. Dat war souguer ganz verstänneg, well Biebereg zwar e bësse méi no u Platen louch, awer bal op gläicher Distanz tëschent Proz a Rëmerech. Déi zwou Sektiounen haten e wäit verspreete Bëschbesëtz, wat e groussen Afloss op d'Gemengesteieren hat a fir munch Differenzen tëschent den 3 Sektioune gesuergt huet. Well Platen a Biebereg als eng eenzeg Sektioun ugesi goufen, huet all Sektioun hiert Eegeliewen gefouert a hir eegen Interesse verdeedegt. Zesummen huet den 3 Sektioune vun 1806 un d'Porkierch, d'Schoul déi 1831 gebaut gouf an d'Parhaus, dat un d'Schoul ugebaut war, gehéiert.

D'Joren 1847 an 1848 hu vill derzou bäigedroen, datt d'Dierfer am Dall méi no zesummegeréckelt sinn. Am Joer 1847 gouf d'Deelstéck (Räichel - Groussbus) vun der neier Landstrooss gebaut, déi Arel mat Ettelbréck verbanne sollt. Dës Verbindung ass der Längt no duerch de ganze Préizer Dall gelaf an huet Platen, Biebereg a Proz matenee verbonnen. Laanscht déi nei Strooss gouf vill gebaut, well d'Bauland bëlleg ze kréie war. Doduerch gouf de Sputt tëscht den dräi Dalldierfer opgefëllt, sou datt dës dräi Dierfer no a no e Ganzt gebilt hunn: de „Préizer Dall“. Wéi am Joer 1848 Versammlungsfräiheet gewäert gouf, si Veräiner, déi scho bestanen hunn, wéi z. B. de Kierchechouer an d'Musek un d'Ëffentlechkeet getrueden, anerer wéi d'Pompjeeë sinn nei gegrënnt ginn. So sinn d'Mënschen och méi no zesummegeréckelt an hunn de Begrëff „Préizer Dall“ mat Liewe gefëllt. Biebereg huet sech vergréissert a sech a Richtung Rëmerech ausgedeent. Rëmerech selwer hat sech och schonn eng Ofkierzung bei d'Kierch a bei d'Schoul zu Biebereg als Kierchepad ugeluecht. Domat war d'Zougehéiregkeetsgefill zum Préizer Dall och bei de Rëmerecher gewuess.

Wann een d'Luxemburger Gazette duerchkuckt, déi am Iowa (USA) Amerika erauskoum, mierkt een, datt di vill Auswanderer vu Rëmerech an aus deenen aneren Dierfer, sech net als Platener, Rëmerecher oder Prozer, mee ëmmer als Préizer Daller bezeechent hunn.

Nodeems de Gemengerot decidéiert huet, déi dräi Walsektiounen zesummenzeleeën, war et un der Zäit, och der allgemeng benotzter Bezeechnung „Préizer Dall“ eng rechtlech Grondlag ze ginn. De Staatsrot hat uganks en negativen Avis zum Projet ofginn, mam Argument, datt de Numm „Préizerdaul“ nëmmen eng Regioun bezeechne géif, an net d'Gemeng oder déi eenzel Dierfer. Zu Lëtzebuerg gëtt et awer eng ganz Rei Uertschaften, déi „-dall“ an hirem Numm hunn, ouni datt domat eng Regioun, mä just d'Duerf bezeechent gëtt. Als Beispill zielen ë. a. de Pafendall, Fënsterdall, Blummendall, Mariendall, Reckendall an de Mëllerdall. Aner Dierfer a Gemengen hunn als Suffix „-wald“ oder „-bach“ an hirem Numm a bezeechnen domat méi wéi nëmmen e Bësch oder eng Baach.

Weiderhin hat de Staatsrot argumentéiert, datt de Gesetzprojet net fäeg wier, eppes zum Zesummegehéieregkeetsgefill oder der lokaler Identitéit bäizedroen. D'Gemeng war awer am Géigendeel dozou der Meenung, datt déi gemeinsam Uertsbezeechnung „Préizerdaul“ de Sektiounen näischt ewech huele géif, mä datt se esouguer nach d'Zesummeschaffen tëscht de 4 Uertschafte verstäerkte géif. Ausserdeem géif d'Identifizéierung mam Begrëff „Préizerdaul“ och eppes vum Stolz vun de Préizer Daller Leit op hir gemeinsam Heemecht an gläichzäiteg op d'Besonneschkeet vun hirer lokaler Mondaart hiweisen, wéi se am Wuert „Daul“ amplaz vun „Dall“ zum Ausdrock kënnt.

De Gesetzesprojet gouf den 9. Mäerz 2001 vum deemolegen Inneminister Michel Wolter an der Chamber deposéiert an en ass schlussendlech dach nach duerchgaangen, an den Numm „Préizerdaul“ gouf mam Gesetz vum 17. Juli 2001 offiziell ugeholl.

D'Gemeng Préizerdaul ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:




#Article 357: Schëffleng (302 words)


DGemeng Schëffleng läit am Kanton Esch-Uelzecht an ass eng vun den  lëtzebuergesche Gemengen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass Schëffleng, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.

D'Gemeng Schëffleng ass 771 ha grouss a läit am Süde vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 275 a 400 m.

Nopeschgemenge si Monnerech am Norden, Beetebuerg am Osten, Keel am Süden an Esch-Uelzecht am Westen.

Am nërdlechen Deel vun der Gemeng leeft d'Kiemelbaach an d'Uelzecht laanscht d'Uertschaft Schëffleng.

Den 31. August 1876 gouf, duerch Gesetz vum 6. Juli 1876, d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt fir déi eegestänneg Gemeng Schëffleng ze schafen.

Den 1. Januar 2012 hat Schëffleng 8.949 Awunner, wourënner 5568 Awunner Lëtzebuerger, 1617 portugisescher, 293 italieenescher, 334 franséischer, 108 däitscher, 69 belscher an 971 anerer Nationalitéit sinn.

De Gemengerot vu Schëffleng gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 15 (virdrun: 13) Conseilleren zesummen.

 

Schëffleng gëtt zanter 2017 vun enger CSV-déi gréng-Koalitioun regéiert. 2011 bis 2017 war dat eng tëscht LSAP an CSV.

Wichtegst Stroosseverbindung ass d', déi vu Péiteng bis op Schengen féiert an duerch den nërdlechen Deel vun der Gemeng geet. Op engem kuerze Stéck am Nordweste geet d' duerch d'Gemeng, déi Esch-Uelzecht mat Lëtzebuerg verbënnt. Ganz am Süde geet d' iwwer e klengt Stéck vun der Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 164, 166, 168 an 169 duerch d'Gemeng.

Schëffleng läit op der CFL-Linn 6 an huet eng Gare op där Linn: d'Gare Schëffleng.

Schëffleng ass iwwer d'Linn 4 vum TICE mat Esch-Uelzecht, Keel an Diddeleng verbonnen a läit op der RGTR Linn 314 Monnerech-Esch-Uelzecht iwwer Féiz. Ausserdeem ass de Ruffbus feste Bestanddeel vum Schëfflenger ëffentlechen Transport.

D'Industriezon Monkeler am Dräieck tëscht der A4 an der A13 läit zum Deel um Gebitt vun der Gemeng. Am bekanntsten ass do d'Zementsfabrick.

Schëffleng ass Member a verschidden Interkommunal Syndikater:




#Article 358: Flora a Fauna vun Australien (380 words)


DFlora a Fauna vun Australien konnt sech laang ouni Afloss vun aneren Ökosystemer getrennt entwéckelen.

Duerch déi isoléiert Lag vum Kontinent si méi wéi 80% vun den australesche Planzenaarten endeemesch, dorënner Honnerte vun Akazien- an Eukalyptusaarten. Méi wéi 600 verschidden Zorte vun Eukalyptusbeem (95 % vum Bambestand) markéieren d'Landschaft.

Op Grond vun der äerdgeschichtlecher Entwécklung liewen an Australien Beidelmamendéieren wéi Koalabieren a Känguruen.

Nom Ofdrifte vun Australien vum Superkontinent Gondwana virun ongeféier 100 Millioune Joer, konnt déi urzäitlech Flora a Fauna sech wéinst der Isolatioun ongestéiert entwéckelen.

Nom Ënnergang vun den Dinosaurier, hu sech an Australien d'Beidelmamendéieren duerchgesat.

Kängurue sinn nëmmen eng vu bal 180 Beideldéierenaarten. Si hu sech dem dréchene Klima an den nierstoffaarme Biedem vum Kontinent perfekt ugepasst.
Australien ass ausserdeem e Paradäis fir Insekten a Reptiller. Déi meescht sinn harmlos, mä verschidde Spannen a Schlaange sinn héich gëfteg a liewensgeféierlech.

Déi eenzeg Nokomme vun den Urmamendéieren déi nach liewe sinn d'Schnieweldéieren an de Seechomessekéisécker. Hir speziell Eegenschaft ass datt si Eeër leeën an hiren Nowues nieren.

Australien ass vun Natur aus e salzege Kontinent. Kristaller gi vum Wand aus den Ozeanen erausgeblosen a setze sech schonn zanter Joerdausenden am Ënnergrond, virun allem am Grondwaasser of.
D'Vegetatioun huet sech deenen aussergewéinleche Bedéngungen ugepasst. D'Planze suckele mat hire laange Wuerzelen d'Reewaasser op an halen de Grondwaasserspigel konstant.

An Australien gëtt et eng Rei ganz verschidde Liewensraim. Een Deel besteet aus Wüst, Steppen a Savannen. Da gëtt et nach d'Eukalyptusbëscher, Graslandschaften an Reebëscher. All Liewensraum steet fir eng eegen Déieren- a Planzewelt.

Am Outback begéint een eng eenzegaarteg Déierewelt. Déi meescht Déiere liewe wëll oder an Nationalparken. Déi geschützt Landflächen erstrecke sech iwwer 580.000 km² (7,5 % vum australesche Festland).

Vill Déieren a Planze si vum Ausstierwe bedreet. D'Mënsche ginn ëmmer méi wäit an d'Natur eran a bauen hir Siidlungen an deenen zerbriechlechen Ekosystemer. 
All Dag ginn ëmmer méi Beem ofgeholzt an dat mat tragesche Konsequenzen. 
Ouni de Schutz vun de Beem leit déi dënn Äerdkuuscht. De Grondwaasserspigel verännert sech. A verschiddene Regioune klëmmt d'Salz mam Waasser aus de Gestengszonen un d'Uewerfläch a verdierft de Buedem. Déi landwirtschaftlech Bewässerungsanlage verbëtzen d'Waasser an déi scho rar Suppen a Séilandschafte verschwanne lues a lues. 
Dës Schied si schonn entstane wéi déi éischt Immigranten aus Europa virun 200 Joer an Australien agewandert sinn.




#Article 359: Obelisk (137 words)


En Obelisk (vum laténgeschen obeliscus, vum griicheschen obeliskos = spatz Sail, Brotspiiss; Méizuel: Obelisken) ass en héije stengene Stäil, dee fräi steet, deen no uewe méi schmuel gëtt an deen eng Spëtz a Pyramideform huet.

Den Obelisk stellt, wéi d'Pyramid d'verstengert Strale vum Sonnegott duer, an ass sou d'Verbindung tëscht dëser an der Gëtterwelt.

D'Réimer hunn 13 Obelisken aus Egypten op Roum bruecht.

Dee gréissten Obelisk huet d'Pharaonin Hatschepsut opstelle gelooss. Dee steet am Amun-Tempel zu Karnak bei Luxor an en ass 32 Meter héich. Hien hat eng gëlle Spëtz.

Vun deene groussen egypteschen Obeliske stinn der haut 4 zu Luxor, 13 zu Roum a jee een zu Heliopolis, Kairo, Paräis, Washington, London, Wimborne, Istanbul, Urbino, Florenz, Catania an Caesarea Maritima.

Zwéi méi klenger stinn zu Luxor an zu Durham

D'Astérix-Comicfigur Obélix ass no den Obeliske genannt.




#Article 360: Rëmerschen (185 words)


Rëmerschen (lokal: Riemeschen) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Schengen.

Wéinst dem héije Bekanntheetsgrad vu Schengen huet de Gemengerot a senger Reunioun vum 18. Januar 2006 decidéiert, eng Ufro ze maachen, fir den Numm vun der Gemeng Remerschen a Schengen ëmzebenennen. Nom Gemengegesetz (Artikel 3) ass eng Ännerung vum Numm vun enger Gemeng nëmmen iwwer e Gesetz méiglech. De Gesetzesprojet dofir gouf vum Inneministère preparéiert an d'Chamber huet d'Gesetz den 13. Juli 2006 votéiert, wat den 30. August 2006 dunn am Mémorial A N° 150 verëffentlecht gouf. Domat huet den Numm vun der Gemeng den 3. September 2006 vu Rëmerschen op Schengen gewiesselt.

Den Numm Remsere gëtt fir d'éischt am Joer 893 ernimmt. Am Laf vun de Joerhonnerten entwéckelt e sech no an no zu dem haitege Remerschen.

An der Mëtt vun den 1970er Jore stoung Remerschen am Zentrum vun der politescher Debatt, well do geplangt war, eng Atomzentral ze bauen.

D'Birebamallee tëscht Rëmerschen an Elweng, d'Kierch Rëmerschen mat hirem ale Mobilier an d'Haus op Nr 88 an 88A an der Wäistrooss sinn als Inventaire supplémentaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.




#Article 361: Méischdref (127 words)


Méischdref ass eng Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech.

Méischdref läit tëscht Bur a Waasserbëlleg um rietsen Uwänner vun der Sauer, op enger duerchschnëttlecher Héicht vun 170 m (NG-L). Duerch Méischdref geet d'Nationalstrooss 10 an den CR135. Zu Méischdref leeft d'Kauzebaach, déi vu Giwenech aus den Hang erof kënnt, an d'Sauer.

Bis un d'Enn vum 20. Joerhonnert war eng Steekaul an der Uertschaft.

Archeologesch Fonntsaache weisen, datt do schonn an der Kelten-, resp. Frankenzäit Leit gewunnt hunn.

Méischdref gouf als Mersdorph am 13. Joerhonnert eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt. Deemools (a bis zu der Franséischer Revolutioun) huet et zu der Tréierer Abtei St. Maximin gehéiert, an och d'Abtei Iechternach hat do Besëtz. 1248 ass vu Murstorff Rieds, an op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 steet d'Duerf als Merscdorf.




#Article 362: Astérix (303 words)


Astérix ass eng Serie vu franséische Comicalbume vum Albert Uderzo (Zeechnungen) a René Goscinny (Texter). D'Haaptpersonnage sinn de Gallier Asterix an den Obelix, säi beschte Frënd. Den Asterix huet säin Numm vum franséische Wuert astérisque (*).
 well den Titel op de Bande-dessinéeën sou wéi am Franséische geschriwwe gëtt; den Numm vum Haaptpersonnage an den eenzelen Episoden ass awer am Lëtzebuergeschen Asterix ouni --

Mir sinn am Joer 50 vru Christus. Ganz Gallien ass vun de Réimer besat... Ganz? Neen! Ee gallescht Duerf wiert sech nach ëmmer verbruecht géint d'Réimer, an do komme se net eran. An d'Garnisounsliewen ass net liicht fir d'Légionären an de verschanzte Lagere vu Babaorum, Aquarium, Laudanum a Petibonum.

Sou fänkt all Geschicht mam Asterix a senge gallesche Kolleegen un. An effektiv gëtt een net fäerdeg mat ziele wann ee sech d'Onmass vu Réimer ukuckt, déi ëmmer sou duerch d'Géigend fléien.

De Comic ass 1959 an der Zäitschrëft Pilote fir d'éischt erauskomm.

De Succès léisst sech virun allem erkläre well all Mënsch iergendwéi matlaache kann, ob dat elo d'Kläppereie mat de Réimer sinn, oder Anachronismen wéi datt Lutezia am Stau ënnergeet. Natierlech duerf een déi immens Wuertspiller net vergiessen, déi een ë. a. an den Nimm erëmfënnt.

Vum Album Le grand fossé (1980) un huet den Albert Uderzo nom Doud vum René Goscinny eleng weidergemaach. 2013 huet den Uderzo mam Molen opgehalen; zanterhier ginn déi nei Asterix-Aventurë vum Didier Conrad gemoolt, no engem Zenario vum Jean-Yves Ferri.

D'Häre Goscinny an Uderzo hale sech natierlech net ganz un d'historesch Tatsaachen, a sou ass de Comic voll mat falsche Biller iwwer d'Gallier:

Lëtzebuergesch Iwwersetzungen (vum Lex Roth) sti bei de respektiven Albumen hannendrun.

Et goufen och bis ewell 4 Filmer gedréint. Den Asterix gouf vun 3 verschiddene Schauspiller interpretéiert, den Obelix do dergéint gouf an hinnen alle 4 vum Gérard Depardieu verkierpert:




#Article 363: Känguruen (400 words)


DKänguruen (Macropodidae) sinn eng Famill aus der Beideldéirenuerdnung Diprotodontia.

E Känguru ass eng vu bal 180 Zorte Beidelmamendéieren. Et gëtt bis zu 40 Aarte vu Känguruen, déi vu ganz kleng bis zu 2 m kënne grouss ginn. Verschiddener kënnen souguer op Beem klammen.

Kängurue gëtt et just an Australien an an Neiguinea.

Kängurue si Beideldéiere mat laange, kräftegen Hannerbeen awer am Verglach dozou mat kuerze, schwaache viischte Been an engem décken horege Schwanz. Si sprangen op hiren hënneschte Bee fir séier virun ze kommen. Hiren décke Schwanz beréiert praktesch net de Buedem. Seng Funktioun ass, bei der Fortbeweegung, dem Kierper dee wäit no vir gebéckt ass, d'Gläichgewiicht ze ginn, an am Sëtze fir de Kierper ze stäipen. Beim Kämpfe stäipt de Känguru sech op säi Schwanz a schléit mat sengen hënneschte Been fest zou. E Känguru kann awer och op véier Patte lafen a schleeft säi Schwanz da just hannendrun. Seng hënnescht Patte si ganz laang an hu véier Zéiwen.

Hiert Gebëss huet am ieweschte Gebéck op all Säit dräi Schneitzänn déi duerch eng Spléck vun de Bakzänn getrennt sinn. Déi mëttelst ënnescht Zänn si Schneitzänn, déi no vir geriicht sinn.

Déi echt Känguruen hunn e ganz staarken hënneschten an e schwaache viischte Kierperdeel. Nëmmen e puer Aarte vu Männercher hu kräfteg Aarmmuskelen.

Déi verschidden Aarte vu Känguruen hu ganz verschidde Gréissten.

Si si meeschtens nuets aktiv an hu sech dem dréchene Klima an deenen nierstoffaarme Biedem vun Australien ugepasst.

Kängurue si Planzefrësser an erniere sech haaptsächlech vu Gras a Blieder.

D'Weibchen huet e Brutbeidel um Bauch an deem véier Mame sinn. An dësem Beidel zitt si hiert Jonkt grouss. E Känguru bréngt, bis op e puer Ausnamen, normalerweis just ee Jonkt op d'Welt. D'Zäit tëscht der Befruchtung an der Gebuert variéiert, ofhängeg vun der Aart, tëscht 29 an 38 Deeg.

De Beidel gëtt kuerz virun der Gebuert gutt ausgeleckt, da gëtt sech mam Réck géint eppes gestäipt, déi hënnescht Been, mam Schwanz dertëscht, wäit ewech gestreckt. Dat Jonkt kënnt an enger Blos op Welt, déi mat Fruuchtwaasser gefëllt ass. No der Gebuert zerplatzt déi Blos an den Nowuess klëmmt sou séier wéi méiglech an der Mamm hire Beidel, wou en dann ofgeleckt an duerno zwéi bis dräi Méint laang geniert gëtt. No aacht Méint klamme si dann definitiv aus dem Beidel well si dann ze grouss sinn, ginn awer nach bis zu engem Joer weider geniert.

Famill: Känguruen (Macropodidae)




#Article 364: Nicolas Biever (185 words)


 

Den Nicolas Biever, genannt Nic Biever, gebuer den 22. Mee 1894 zu Diddeleng an och do gestuerwen de 15. Juli 1965, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.

Den Nic Biever war Aarbechter op Arbed Diddeleng. Am Februar 1919 gouf hie Sekretär vun der Verbandssektioun Diddeleng vum Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband (LBMV), an am Februar 1920 ee vun den zwéin haaptamtleche Sekretäre vum LBMV. Vun 1938 u war hie President vum Verband.

De 14. Oktober 1924 gouf den Nic Biever Member vum Diddelenger Gemengerot an ass et och bliwwe bis 1951. Vun 1928 bis 1934 a vun 1928 bis 1934 war e Schäffen. Den 1. Mäerz 1925 gouf hien als Deputéierte vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei an d'Chamber gewielt. Ausser an de Krichsjoren 1940-44 an déi Zäit, wou e Minister war, sollt hien dëst Amt bäibehalen. Den 12. Mäerz 1945 gouf hien als fréieren Deputéierte Member vun der Assemblée consultative genannt.

Vum 3. Juli 1951 bis den 1. Februar 1959 war hien Aarbechtsminister an de Regierunge Dupong-Bodson a Bech-Bodson, an erëm vum 15. Juli 1964 bis zu sengem Doud, de 15. Juli 1965, an der Regierung Werner-Cravatte.




#Article 365: Televisioun (322 words)


Televisioun (kuerz: TV) ass en Telekommunikatiounsmedium, dat benotzt gëtt fir beweeglech Biller an Toun ze senden an z'empfänken. Televisiounbiller kënne monochromatesch sinn (schwaarz a wäiss), faarweg oder an dräi Dimensiounen. Televisioun kuckt ee meescht um Televisiounsapparat.

Ënner der Fernseetechnik versteet een déi Technik, déi hanner der Televisioun stécht. De Prinzip vun den Fernseetechnik baséiert op der Projektioun vun Eenzelbiller, déi séier hannerenee gewisen, zu enger Beweegung ginn.

Fir datt d'A eng méiglechst fléissend Beweegung gesäit, mussen op d'mannst 20 Biller pro Sekonn (B/s) ugewisen. Allerdéngs gouf fir Fernseeiwwerdroungen an Europa 25, an Amerika 30 Biller pro Sekonn gewielt.

Doduerch stellt sech awer e Problem: et entsteet e Flimmeren. Fir dee Problem z'ëmgoen, gouf d'Zeilesprongverfahren entwéckelt. De Problem hätt een och nach anescht léise kënne, beispillsweis doduerch datt ee 50 Biller pro Sekonn ugewisen hätt. Dat hätt allerdéngs d'Bandbreed ze vill vergréissert. Och dat duebelt Uweise vun engem Bild hätt de Problem vum Flimmeren ënnerdréckt, mä dofir hätt all Bild misse kuerzzäiteg tëschegespäichert ginn, wat deemools allerdéngs nach technesch ze opwänneg war.

D'optescht Signal vun der Bildvirlag gëtt vun engem Bildophueler (optesch-elektresche Wandler) erfaasst, an en elektrescht Signal ëmgesat an dem Bildwiddergabegerät (elektresch-optesche Wandler) zougefouert.

Well dat komplett Bild awer net an enger Kéier iwwerdroe ka ginn, gëtt et vum Bildophueler a vill kleng Bildpunkten, Pixelen, opgedeelt. E Pixel ass déi klengst Fläch bei der Bildzerdeelung, wou selwer keng Faarfënnerscheeder méi méiglech sinn.

De Prinzip vun der Bildoftaaschtung ass de selwechte wéi beim Liese vun engem Buch. Et fänkt een um ieweschte lénkse Billerrand an et iwwerdréit een zeileweis ee Pixel nom aneren.
No engem Zeilelaf, vum lénkse bis zum rietse Bildrand, gëtt d'Oftaaschtung ausgeschalt a ganz séier op de lénkse Bildrand zréckgefouert. Hei schwätzt ee vum Zeilerécklaf oder vun der Zeilenaustaaschtung.

Nieft der horizontaler Oftaaschtung gëtt et eng vertikal Oftaaschtung. Wann den ënneschte Bildrand erreecht ass, da geet et erëm séier op den ieweschte Bildrand zréck. Dat nennt ee Vertikalrécklaf oder Vertikalaustaaschtung.




#Article 366: Zeilespronkverfahren (177 words)


Ënner dem Zeilespronkverfahren (eng.: Interlaced-Modus) versteet een d'Method, fir beweegt Biller opzehuelen, z'iwwerdroen an ze weisen. D'Zeilespronkverfahre gëtt bei Fernseetransmissioune benotzt.

E beweegt Bild entsteet doduerch, datt op d'mannst 20 Biller séier hannereneen ugewise ginn. Jiddwer Liichtreiz verursaacht Nowierkungen op der Netzhaut vu bis zu e puer Millisekonnen. Do schwätzt ee vun der Späicherfunktioun vum A. Well awer bei 20 Biller pro Sekonn (B/s) e Flimmeren entsteet, schaffen europäesch Fernseesender mat 25 Vollbiller pro Sekonn. Dobäi entsteet awer e Groussflächeflimmeren.

Jiddwer Bild vun de 25 Vollbiller gëtt dofir an zwee Hallefbiller mat hallwer Zeilenzuel opgedeelt:

D'Hallefbiller ginn duerno awer nees vum A zu engem Vollbild zesummengesat.
De Virdeel besteet doran, datt duerch déi 50 Donkelphase bal kee Flimmere méi entsteet an d'Bandbreet vun der Iwwerdroung sech net vergréissert.

Bei der 100Herz-Technik gëtt d'Flimmere komplett ënnerdréckt. Jiddwer Hallefbild gëtt fir d'éischt digitaliséiert an an e séiere Späicher geschriwwen. Duerno gëtt déi gespäichert Informatioun nees an analoger Form a mat duebeler Vitess op de Bildschierm geschriwwen. Sou kritt een 100 Donkelphase pro Sekonn, wat 100 Hallefbiller pro Sekonn ausmécht.




#Article 367: Stadbriedemes (179 words)


Stadbriedemes ass eng lëtzebuergesch Uertschaft, an Haaptuert vun der Gemeng Stadbriedemes.

Den Numm kënnt vum Keltesche Bre - den - Es, dat sou vill wéi iwwer dem Waasser héije Buedem heescht a Stad wat de dee selwechte Sënn wéi Ufer (vun der Musel, an dësem Fall) huet.

Stadbriedemes läit un der Musel, vis-à-vis vum däitsche Palzem.

Wéi d'Musel kanaliséiert gouf, hunn Aarbechter, do wou haut d'Staustuf steet, Iwwerreschter vun enger réimescher Bréck fonnt. Analysen hunn erginn, datt déi Bréck méi al wéi Tréier ass.

Sou goungen d'Réimer bei Stadbriedmes iwwer eng Furt, aus Gestengs, op déi aner Säit vun der Musel, wann de Floss niddreg war. Bei héijem Waasser hu si Pontone benotzt. Fir déi viru Feinden ze beschützen hate si, op der Plaz vum spéidere Schlass, e befestegten Tuerm opgeriicht.1857 gouf, op der Rauknupp, e réimesche Kierfecht, mat Kréi, Mënzen, Schosselen a soss Geschier fonnt.

Am 8. Joerhonnert huet de Pippin de Jonken den Haff Réimech, zu deem och Stadbriedemes gehéiert huet, der Abtei Sankt Maximäin vun Tréier geschenkt. Méi spéit goung den Haff un d'Abtei vu Prüm.




#Article 368: Stroossen (281 words)


DGemeng  läit am  an ass eng vun den  lëtzebuergesche Gemengen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Stroossen, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.

Stroossen ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng; zur Gemeng gehéiert awer nach en Deel vum Reckendall.

D'Gemeng Stroossen läit westlech um Bord vun der Stad Lëtzebuerg. Nieft der Gemeng Lëtzebuerg am Osten, leien am Südweste Bartreng, am Weste Mamer, an am Norden Kielen a Koplescht.

Duerch d'Gemeng féiert nieft der Nationalstrooss N6, och Areler Strooss genannt, déi d'Stad Lëtzebuerg mat Arel (Belsch) verbënnt och déi international Zuchstreck Lëtzebuerg – Bréissel. D'N6 gehéiert op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.

Den Numm Stroossen staamt aus dem laténgesche Wuert strata, wat souvill heescht wéi Militärstrooss. Zu der Zäit vun de Réimer ass dëse Kiem vun Tréier op Arel duerch Stroossen a Mamer verlaf.

Am Joer 1823 gouf d'Gemeng opgeléist a mat der Gemeng Bartreng fusionéiert. Den 1. Januar 1850 goufen d'Sektioun Stroossen, zesumme mam Deel vun der Sektioun Reckendall dat um ban de Strassen louch, vun der Gemeng Bartreng ofgetrennt a goufen nees eng eegestänneg Gemeng.

Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Stroossen 1.381 Awunner, 278 bewunnt Haiser an 309 Famillen.

D'Gemeng huet 9.885 Awunner, wouvun der 6.135 (62,06%) Net-Lëtzebuerger sinn .

De Wope vu Stroossen gouf an der Gemengerotssëtzung vum 14. Oktober 1976 ugeholl an duerch en Arrêté ministériel vum 7. Dezember dat selwecht Joer confirméiert.

Beschreiwung: de gueules à cinq pals d'or.

De Wope vu Stroossen geet op de Jang vu Stroossen (ëm 1411) zréck

Bis 2021 soll den LSAP-Politiker Gaston Greiveldinger de Poste vum Buergermeeschter iwwerhuelen. Dono geet dee Posten un d'CSV.

 

D'Gemeng Stroossen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:




#Article 369: Useldeng (103 words)


Useldeng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft. Et ass de Sëtz vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

D'Uertschaft läit riets a lénks vun der Atert, an ass den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Duerch Useldeng lafen d'Nationalstroossen N24, N22, den CR305 an den CR116.

Fréier bis 1967 hat Useldeng och eng Gare déi op der Atertlinn louch.

Op der Kopp riets vun der Wollefsbaach tëscht Useldeng a Rippweiler ass e Fluchfeld wou mat Seegelfligere geflunn gëtt.

An der Mëtt vum Duerf op engem Fielsvirspronk steet d'Ruin vun enger mëttelalterlecher Buerg. (Buerg Useldeng)

D'Nopeschdierfer vun Useldeng sinn am Sënn vun der Auer:




#Article 370: Waldbëlleg (158 words)


Waldbëlleg (lokal: Bëlleg) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Iechternach an Haaptuert vun der Gemeng Waldbëlleg.

Geographesch gesi läit Waldbëlleg am Zentrum vun der Gemeng. Hei fanne mer d'Gemengenhaus, d'Zentralschoul mat enger Sportshal mat internationalen Normen.

D'Gemengenhaus ass an engem Gebai aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert a charakteriséiert sech duerch seng grouss Fënsteren déi mat rouden Zille agerummt sinn. Déi grouss Fënsteren hunn hir Ursaach dodran datt dëst Gebai als Sportshal gebaut gouf (déi éischt am Land).

Waldbëlleg mat senge klenge Stroossen ass een Duerf, an deem de ländleche Stil nach bal komplett erhale blouf.

D'Uertschaft ass no Osten a Südoste vu Bëscher agegrenzt an déi aner Richtungen ass fräie Flouer.

Waldbëlleg ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer den CR128 dee vu Chrëschtnech kënnt an op Haler weiderleeft, den CR356 deen an de Mëllerdall geet an ee Vizinalwee dee laanscht de Kelleschhaff an de Säitert Verbindung mam CR358 (vu Suewelbuer op Haler) huet.

Duerch Waldbëlleg leeft d'Bëlleger Baach.




#Article 371: Gemeng Wolz (313 words)


D (lokal: Wooltz) läit am  an ass eng vun den  lëtzebuergesche Gemengen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Stad  vun där se och hiren Numm huet.

Duerch d'Gesetz vum 24. Februar 1843 krut d'Gemeng d'Recht den Titel Stad ze droen.

Den 1. Januar 2015 ass d'Gemeng Eschweiler mat der Gemeng Wolz zu enger vergréisserter Gemeng Wolz fusionéiert. Déi zwéi Gemengeréit haten de 24. Februar 2014 dozou gréng Luucht ginn. De 25. Mee 2014 gouf an deenen zwou Gemengen e Gemengereferendum doriwwer ofgehalen. Zu Wolz hu sech ronn 80 Prozent vun de Leit fir eng Fusioun mat Eschweiler ausgeschwat, zu Eschweiler ware just eng 54% fir eng Fusioun. D'Gesetz dozou ass den 19. Dezember 2014 gestëmmt ginn.

De Gemengerot gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E besteet zanter 2017 (an no der Fusioun mat Eschweiler) aus 13 Conseilleren; virdru waren et der 11.

De Schäfferot gouf virun der Fusioun vun der LSAP gestallt, zanterhier vun enger Koalitioun vun LSAP an CSV.

Buergermeeschter ass zanter 2009 de Fränk Arndt.

 

Zanter 2010 huet d'Gemeng Wolz en eegene Logo, dee fir eng modern Stad mat ville Facetten an enger multikultureller Populatioun steet. Déi gréng Faarf bezitt sech op déi vill Park- a Grénganlagen an der Stad a fir d'Bëscher ronderëm, matzen an de Lëtzebuerger Ardennen.

D'Gemeng Wolz ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Zanter 2015 huet d'Gemeng Wolz de Statut als hotspot communal de l'économie circulaire. Zil ass et, fir d'Prinzipien vun der Economie Circulaire, och Kreeslafwirtschaft genannt, no an no an alle Beräicher vum deegleche Liewen anzebannen. 2018 huet de Gemengerot eng entspriechend Charta ënnerschriwwen, an där eng Rei vu Moossname genannt ginn, déi ëmgesat solle ginn. Als Haaptprojet gëllt de Bau vun engem neie Quartier mam Numm Wunne mat der Wooltz an Zesummenaarbecht mam Fonds du Logement, dee ganz no de Prinzipien vun der Economie Circulaire soll opgebaut ginn an bei dem eng 780 Logementer entstoe sollen.




#Article 372: Uewerkäerjeng (202 words)


Uewerkäerjeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Käerjeng.

Uewerkäerjeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. D'Nopeschdierfer sinn der Auer no: Kënzeg, Féngeg, Héiweng, Schuller, Nidderkäerjeng, Lénger.

D'Mierbaach, déi no beim Boufferdanger Muer entspréngt, leeft duerch Uewerkäerjeng.

D'Kierch vun Uewerkäerjeng gouf am 18. Joerhonnert gebaut. Hire Mobilier staamt aus dem Barock.

D'Uertschaft ass iwwer den CR110a an den CR111 un d'Stroossennetz ugeschloss.

Bis 1967 ass d'Eisebunnsstreck Ettelbréck - Péiteng, och nach Atertlinn genannt, laanscht Uewerkäerjeng gelaf. Déi fréier Gare, vun där virdrun just nach Ruinen iwwereg waren, ass am Abrëll 2011 ofgerappt ginn. Do wou fréier d'Atertlinn verlaf ass, ass haut d'Vëlospist PC12.

D'Kierch vun Uewerkäerjeng gouf am 18. Joerhonnert gebaut. Hire Mobilier staamt aus dem Barock.

Am Joer 1971 huet de fréiere Foussballclub FC Jeunesse Uewerkäerjéng d'Coupe de Luxembourg gewonnen andeems en d'Jeunesse Esch mat 4:1 no Verlängerung geschloen huet. Am Europapokal vun de Pokalgewënner huet Uewerkäerjeng du musse géint den FC Chelsea untrieden. Mat enger Goldifferenz vun 0-21 an nëmmen enger Ronn huet de Veräin en Negativrekord opgestallt deen nach ëmmer besteet.

Den 22. Mee 2010 huet de belschen Hageland Wind Orchestra am Kader vun den 100-Joer-Feierlechkeeten vun der Uewerkäerjenger Musek d'Europapremière vum Jan van der Roost sengem Marsch Apollo opgefouert.

.




#Article 373: Andorra (334 words)


D'Fürstentum Andorra (katalanesch: Principat d'Andorra) ass e klengen onofhängege Staat am Südweste vun Europa. Den Zwergstaat läit matzen an de Pyrenäen, tëscht Spuenien (Katalounien) a Frankräich (Departementer Ariège a Pyrénées-Orientales).

Andorra gouf den 8. September 1278 gegrënnt an ass a senge Grenzen zanterhier net changéiert.

D'Funktioun vum Staatschef ass historesch an zwee gedeelt. Fréier waren de Grof vu Foix am Norden an de Bëschof vun Urgell am Süden zesumme fir d'Land zoustänneg. Wéi de Kinnek Henri vun Navarra, deen och Grof vu Foix war, als Henri IV Kinnek vu Frankräich gouf, hunn déi franséisch Herrscher, respektiv Presidenten d'Roll vum fréiere Grof vu Foix iwwerholl. Haut sinn deemno de franséische President an de Bëschof vun Urgell allebéid Koprënze vun Andorra. Hir Roll ass allerdéngs éischter representativ a symbolesch.

D'Land läit an engem Héichdall vun de Pyrenäen. Iwwer en Drëttel läit méi héich wéi d'Bëschgrenz. Den héchste Bierg ass de Coma Pedrose mat 2.946 Meter. Den Dall Vall del Madriu Perafita-Claror, deen zanter 2004 op der Lëscht vun der UNESCO-Weltierfschaft steet, beleet ongeféier zéng Prozent vun der Fläch vun Andorra.

Wéinst senger Héichlag huet Andorra en zimmlech killt Biergklima. Am Januar ass d'Duerchschnëttstemperatur -7 °C an am Summer 26 °C.

Andorra ass Member vun de Vereenten Natiounen

Andorra huet 85.580 Awunner (31. Dezember 2015 ), dovu sinn:

All Joer wiisst d'Bevëlkerung ëm 5,0 %. Am Duerchschnëtt ginn d'Leit 83,5 Joer al. Vun de Bëbeeë stierwen der 0,6 %, a vun de Kanner 0,7 %. 95 % vun der Populatioun lieft a Stied. Den Duerchschnëttsalter läit bei 40,34 Joer.

Katalanesch gouf an der Konstitutioun vun 1993 als offiziell Sprooch vun Andorra festgeschriwwen an et ass och déi Sprooch déi vun der Majoritéit vun den Andorraner (58,3 %) geschwat gëtt. Spuenesch gëtt vun 37,3 % vun de Leit geschwat, 3,5 % hu Portugisesch an 2,2 % Franséisch als Mammesprooch.

Bei de Konfessiounen iwwerweit de Réimesch-kathoulesche Glawen.

Rullschunghockey a Rugby gehéieren nieft dem Wantersport zu de populäerste Sportaarten. 2005 war Andorra Organisateur vun de Spiller vun de klenge Länner.




#Article 374: Melbourne (115 words)


Melbourne ass d'Haaptstad vum australesche Bundesstaat Victoria, an ass déi zweetgréisst Stad an Australien.
Iwwer 140 Natioune wunnen zu Melbourne.

Melbourne läit am Südweste vun Australien, grenzt un d'Port Philipp Bucht an zitt sech an de Weste bis zum Yarra River hin. Et ass vun Norde bis Süde 70 km laang an huet vum Oste bis Westen iwwer 50 km. 
Melbourne ass an 31 Bezierker agedeelt an all Bezierk huet säin eegene Buergermeeschter.

Melbourne gouf am Joer 1835 gegrënnt an huet säin Numm vum deemolege brittesche Premierminister Lord Melbourne. Grënner vun der Stad sinn den John Batman an den John Pascoe Fawker aus Tasmanien.

Melbourne huet 5,6 Sonnestonnen am Dag, an 147 Reendeeg am Joer.




#Article 375: Biwels (490 words)


Biwels ass eng Uertschaft an der Gemeng Pëtschent.

Biwels, e klengt Duerf am Naturpark Our, läit eng 3 km nërdlech vu Veianen um Stauséi vun der Our.
Dëst fréiert Bauerenduerf, dat emol eng Kéier als äermst Duerf vum Land ugesi gouf, huet sech zu engem klenge Bijou verwandelt. Wéi d'Dallspär Ufank vun den 1960er Jore gebaut gouf, ass een Deel vum Duerf op engem kënschtlesche Plateau nei opgeriicht ginn. Déi nei Haiser an d'Kierch leien elo um Bord vun engem 150 m breede Stauséi, mat gréngen Hiwwele ronderëm.

Déi fréier Duerfschoul gouf 1996 zu engem Gîte rural ëmgebaut, dee sowuel Wandergruppen an Touristen, wéi och kleng Seminairen a Familljefeieren empfänke kann.

Zwee bemierkenswäert Mineralien goufen bei Biwels fonnt.

De Barytgank vu Biwels ass laanscht d'Strooss,  déi d'Biwelsser Millen un d'Duerf Biwels laanscht de Séi verbënnt (Gauss Lëtzebuerg 81829-113362). De Michel Lucius beschreift 1948 déi éischt Versich am Joer 1857, fir dee Gestengsgank um Niveau vun der Our ze lokaliséieren, dat ouni Erfolleg. Den ongeféier 1 Meter décken Opschloss respektiv Urëss vum Barytgank erschéngt als wäisse Fleck op ronn 10 Meter Héicht um Schiferfiels direkt nieft der Strooss. Et ass deen déckste Barytgank an der Regioun. D'Mineraliséierung weist e Sträichen vu 70°/235°N op a besteet haaptsächlech aus Plättchebaryt mat Präsenz vu Quaarz, Siderit a Chalcopyrit. Fluoreszenzanalysen hunn Undeeler vun 90,2% BaSO4 a 5,61% SrSO4 erginn. Et gëtt ugeholl, datt de Barytgank vu Biwels duerch déi selwecht mineralogesch Ereegnesser entstanen ass, déi d'Koffergänk an der Regioun ervirbruecht hunn.

D'Luxembourgit (AgCuPbBi4Se8) gouf uganks 2012 bei Biwels, bei Buerunge fir en neie Schacht vun der SEO vun engem wëssenschaftleche Mataarbechter vum Naturmusée, dem Jean-Baptiste Burnet, entdeckt. 2019 huet d'IMA konfirméiert, datt dat neit Mineral ënnert dem proposéierten Numm Luxembourgite unerkannt gi wier. Den Naturmusée versuergt e Referenz-Stuel (Holotyp).

Al Dokumenter schwätze vu Biweiltz (1332), Bevelis (1529), Byvels (1552) a Bievelisz (1635).
Bis 1867 huet een nach säi Liewe riskéiert, wann ee vu Veianen oder Stolzebuerg aus op Biwels wollt goen. Bis dohi gouf et just en einfache Wee, deen dacks d'Our passéiert huet.

Bis zur franséischer Revolutioun huet Biwels deels dem Grof vu Falkesteen, deels dem Grof vu Veianen gehéiert. Wéi 1816 nom Wiener Kongress déi Uertschafte lénks vun der Our däitsch goufen, gouf Biwels an d'Gemeng Stolzebuerg opgeholl. Wéi d'Gemeng Pëtschent 1826 geschaf gouf, gouf aus Biwels eng vu senge 7 Sektiounen. Biwels hat deemools nach 175 Awunner, dat sinn der Honnert méi wéi haut.

Biwels hat eng Millen, déi zanter dem Bau vum Barrage verschwonnen ass. Déi Mille war schonn den 12. Mäerz 1876 eng Kéier komplett vun engem Orkan zerstéiert ginn. Déi ganz Uertschaft hat och färrem ënner deem Orkan gelidden, dee véier Stonne gedauert hat. Haut ass d'Biwelsser Millen e Camping, knapps 1 km a Richtung Veianen.

Bis 1962 krut Biwels säin Drénkwaasser aus Däitschland. De Siphon vun der Waasserleitung ënner der Our erduerch war um Floss-km 14,785, net wäit vun der aler Bréck, do wou d'Albicherbaach an d'Our leeft.




#Article 376: Wäissrussland (213 words)


Wäissrussland ass eng onofhängeg Republik an Osteuropa. Wäissrussland grenzt am Nordwesten u Litauen a Lettland, am Osten u Russland, am Süden un d'Ukrain an am Westen u Polen. D'Haaptstad ass Minsk.

D'Sozialistesch Sowjetrepublik Wäissrussland huet de 27. Juli 1990 hir Souveränitéit deklaréiert an de 25. August 1991 d'Onofhängegkeet erkläert. Nodeem sech d'Sowjetunioun am Dezember 1991 opgeléist huet, ass Wäissrussland dunn och faktesch en onofhängege Staat ginn. Nationalfeierdag ass den Dag vun der Souveränitéitserklärung, de 27. Juli.

Den Aljaksandr Lukaschenka, dee schonn zanter 1994 President ass, huet mat sengem autoritaire Regierungstil d'Land am Laf vun der Zäit ëmmer méi an d'international Isolatioun gefouert. Massiv Kritik un de sëllege Mënscherechtsverletzungen an de Virworf Walen ze manipuléiere komme vir op aus dem Westen, der EU an dem Europarot, den USA a vun netstaatlechen Organisatioune wéi Amnesty International. Zanter dem 10. Abrëll 2006 däerf de Lukaschenka kee Fouss méi an d'Europäesch Unioun setzen.

D'Verhältnes zu anere fréiere Sowjetrepubliken ass méi ambivalent. Mä och de Versteesdemech mam Noper Russland ass zanter den energiepoliteschen Differenze vun 2007 ferm strapazéiert.

De Reakteraccident vum 26. Abrëll 1986 zu Tschernobyl ass nëmmen eng 10 km südlech vun der wäissrussescher Grenz, an der haiteger Ukrain, geschitt. Ronn 70% vum Fallout sinn deemools iwwer wäissrusseschem Territoire niddergaangen an hu grouss Deeler vum Land verstraalt.




#Article 377: Raschpëtzer (362 words)


DRaschpëtzer am Gréngewald an der Gemeng Walfer sinn en ënnerierdeschen Aqueducsystem, dee fir d'Waasserversuergung vun der Réimervilla zu Helsem benotzt gouf. Se gi bis déif an de Stafelter eran. D'Raschpëtzer, déi enger Technik entspriechen („Qanat “oder „Karez“), déi d'Réimer am Orient (Persien) kennegeléiert haten, goufen ëm 130 n. Chr. gebaut an op d'mannst bis ëm 267 n. Chr. ënnerhalen.

D'Anlag vun de Raschpëtzer ass imposant absënns duerch hir Dimensiounen, mat enger geschater Gesamtlängt vu ronn 600 m., wouvun der zur Zäit 340 m. sécher erfuerscht sinn, a virun allem hirer Déift vu bis zu 36 m. ënner der Äerduewerfläch. Besonnesch d'Déift charakteriséiert d'Anlag a mécht se an hirer Aart eenzegaarteg, well änlech Qanaten aus réimescher Zäit zu Lëtzebuerg (Näerzeng, Éimereng, Fréiseng) an am Tréierer Raum (Tréier, Pölich, Talling....) allkéiers nëmmen tëscht 6 an 12 m déif waren.

D'Raschpëtzer bestinn aus bis ewell 13 bekannte vertikale Schächt, déi ënnereneen duerch en horizontalen Tunnel verbonne sinn (mat enger klenger Pente, fir datt d'Waasser lafe kann).

Den 22. November 2019 goufen s'als nationaalt Monument klasséiert.

Am Dezember 1998 ass de Pëtz -5 bei archeologeschen Aarbechten entdeckt ginn an am Abrëll 1999 gouf eng 17 m. laang Galerie gebaut, duerch déi een an e Visiteursraum kënnt, deen an enger Déift vun 10 m. beim Pëtz -5 amenagéiert gouf. Op Ufro oder zu festgeluechten Zäiten kann d'Galerie besicht ginn.

Am Joer 2000 gouf um Enn vum fréieren Niewekanal, op enger Héicht vun 355,2 m (NG-L), e Waasserausfloss gebaut, fir den Opbau vum réimesche Kanal ze weisen, sou wéi e bannen am Bierg, op enger Längt vun са 600 m. besteet: dréche gebaut Säitewänn, stenge Placke fir de Kanal zou ze decke mat Kräsi driwwer. Déi ongeféier 70 m³ Waasser déi hei am Dag eraus lafen, fléisse fir d'éischt an eng Zort Baseng (op 348 m iwwer NN), ier se da biergof an d'Uelzecht fléissen.

Am Joer 1990 ass um Fouss vum Sonnebierg zu Helsem, bei Bauaarbechte vun engem Lotissement, eng Réimervilla entdeckt an tëscht 1990 an 1994 vum Service archéologique vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA) ënnersicht ginn.

Déi Entdeckung huet dozou bäigedroen den Zweck vun de Raschpëtzer als Deel vum Drénkwaasserversuergungssystem vun der Villa z'erklären.




#Article 378: Si Versailles m'était conté (123 words)


Si Versailles m'était conté ass e franséisch-italieenesche Film vum Sacha Guitry aus dem Joer 1953.

De Film erzielt d'Geschicht vum Schlass vu Versailles vu 1624 bis 1953 sou wéi de Sacha Guitry se gesinn huet.

Déi vill bekannte Schauspiller hunn dozou bäigedroen datt de Film e ganz grousse Succès hat, an datt de Film an de Recetten vun de franséische Filmer am Joer 1954 als éischte klasséiert war.

J'ai l'honneur de vous présenter un film ou plus exactement un grand livre d'images. Il s'intitule Si Versailles m'était conté et j'avoue que j'en suis l'auteur. En écrivant ce film, en le réalisant, j'avais un double but: remplacer quelques pierres du château de Versailles et recueillir des fleurs pour en couvrir la France. (Sacha Guitry)




#Article 379: Sennen-Ballade (220 words)


Sennen-Ballade. Das Sennenleben der Familie Meile auf einer Alp im Säntisgebiet ass en Dokumentarfilm vum Schwäizer Regisseur Erich Langjahr.

Den Dokumentarfilm beschreift en Deel vum Liewe vun der Bauerefamill Meile aus dem Toggenburgdall an der Schwäiz.

Am Juni ginn d'Kéi op d'Alm gedriwwen. Dräi Méint lieft de Bauer mat der Famill op der Alm. E versuergt seng Kéi, Geessen a Schwäin, mécht Kéis, asw. Am September ginn d'Kéi erëm an den Dall erofgedriwwen. An am Wanter lieft d'Famill am Dall.

De Film weist Biller déi och ouni Kommentar staark op den Zuschauer wierken.

Jorelaang huet de Langjahr Schwäizer Bauere gefilmt. Doraus ass no an no eng Trilogie vu Laangfilmer entstanen:

Bei diesem Hundert-Minuten-Film geniesst man jenes erotische Schauvergnügen, das einen unablässig bitten macht: Lass es jetzt nicht aufhören! Der bescheiden Sennen-Ballade genannte Film über die landmännisch-praktische und alemannisch-volkskünstlerische Arbeit einer Alpbauernfamilie ist in Wahrheit ein opulentes Filmepos über die Würde menschlicher Tätigkeit in respektvoll akzeptierter Natur. (Leipzigs Neue, Roman Vinkowski)

Die grobe, schwielige Hand des Sennen, die die zerbrechlichen Kühlein und Hündchen aus weissem Holz zärtlich streichelnd zuschneidet, gehört zu den magischen Momenten.
Wie die Teile der SENNEN-BALLADE - erst Frühling und Sommer, dann Herbst und Winter - einander bedingen, beleuchten, erläutern und erweitern, das hat schon lange kein Eidgenosse mehr mit soviel simpler Wirksamkeit zuwege gebracht. (Filmbulletin, Pierre Lachat)




#Article 380: Fernand Boden (188 words)


De Fernand Boden, gebuer den 13. September 1943 zu Iechternach, ass e lëtzebuergesche Politiker.

De Fernand Boden huet seng Première am Lycée classique zu Iechternach gemaach an duerno op de Cours supérieurs an op der Universitéit vu Léck Mathematik a Physik studéiert, wouran en e lëtzebuergeschen Doktorat huet (duerch d'Gesetz vun der 'Collation des grades'). Tëscht 1966 an 1978 war hie Professer am Iechternacher Lycée.

Seng politesch Carrière huet en 1970 als éischte Schäffe vun Iechternach ugefaangen (bis 1976). 1978 ass hien op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber nogeréckelt a gouf 1979 erëmgewielt.

Hie war vum 17. bis den 19. Juli 1979 Deputéierten am Europaparlament.

Hie gouf Minister fir Erzéiung, Jugend an Tourismus an der Regierung Werner-Thorn-Flesch. Dës Portefeuillen huet en och vun 1984 bis 1989 an der Regierung Santer-Poos I bäibehalen.

Tëscht 1999 an 2004, an der Regierung Juncker-Polfer, an tëscht 2004 an 2009, an der Regierung Juncker-Asselborn I, huet de Fernand Boden déi selwecht Portefeuillë bäibehalen.

No de Chamberwale vum 7. Juni 2009 war de Fernand Boden, bis de 7. Oktober 2013, Deputéierten an der Chamber.

Hien ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.




#Article 381: Marie-Josée Jacobs (255 words)


DMarie-Josée Jacobs gebuer den 22. Januar 1950 zu Maarnech, ass eng fréier lëtzebuergesch Politikerin. Si ass zënter Dezember 2013 Presidentin vun der Fondatioun Caritas Lëtzebuerg.

D'Marie-Josée Jacobs ass eng ausgebilt Infirmière-anesthésiste an huet dëse Beruff tëscht 1969 an 1992, wéi se Ministesch gouf, praktizéiert.

Parallel dozou huet se sech politesch a gewerkschaftlech engagéiert. Als Member vum Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond (LCGB) ass si vun 1980 bis 1992 Presidentin vun der Sektioun fir Privatbeamten a vun 1981 bis 1992 Vizepresidentin an där Gewerkschaft gewiescht. Politesch ass se zanter 1967 Member vun der CSV, wou se zäitweileg Presidentin vun de Chrëschtlech-Soziale Fraen, Presidentin vun der Nord-Sektioun a Vizepresidentin vun der Partei war.

Den 9. Dezember 1992 gouf d'Marie-Josée Jacobs zur Ministesch fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung an Delegéiert Ministesch fir Kultur an der Regierung Santer-Poos II ernannt, e Portefeuille, dee se no de Chamberwale vum 12. Juni 1994 bäibehalen huet. Bei der Regierungsëmbildung am Januar 1995, nodeem de Jacques Santer als President vun der Europäescher Kommissioun op Bréissel gaange war, gouf d'Marie-Josée Jacobs Ministesch fir Familljen, d'Promotioun vun de Fraen an de Mënsche mat Behënnerungen.

Vun 1999 bis 2004 war d'Marie-Josée Jacobs Ministesch fir Familljen, Sozial Solidaritéit a Jugend, a Ministesch fir d'Fërderung vun de Fraen an der Regierung Juncker-Polfer. Duerno, bis 2009, war si Ministesch fir Familljen an Integratioun a Ministesch fir Chancëgläichheet an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II, déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, war si bis zu hirer Demissioun, den 29. Abrëll 2013, Ministesch fir Famill, Jugend a Coopératioun.




#Article 382: Mady Delvaux-Stehres (170 words)


DMadeleine Anne (Mady) Delvaux-Stehres, gebuer den 11. Oktober 1950, ass eng lëtzebuergesch LSAP-Politikerin.

D'Mady Delvaux-Stehres huet no hirem Lycée op der Sorbonne zu Paräis klassesch Literatur studéiert a war duerno bis 1989 Professesch am Lycée Michel Rodange an der Stad Lëtzebuerg.

An der Regierung Santer-Poos II vun 1989 gouf si Staatssekretärin fir Gesondheet, Sozialversécherung, Jugend a Sport. No de Chamberwale vum 12. Juni 1994 gouf se Ministesch fir Communicatioun, Transport a Sozialversécherung.

Vun 2004 bis 2013 war d'Mady Delvaux-Stehres Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung an der Regierung Juncker-Asselborn I, respektiv, vun 2009 un, an der Regierung Juncker-Asselborn II.

Bei de Chamberwalen 2013 huet si net méi kandidéiert, war awer Spëtzekandidatin fir d'Europawalen 2014 vun der LSAP a gouf op deen ee Sëtz, deen hir Partei bei de Wale gewonnen huet, gewielt. 2019 war si net méi Kandidatin, fir erëmgewielt ze ginn. Si studéiert zanter September 2019 Geschicht op der Université libre de Bruxelles.

D'Mady Delvaux-Stehres ass Mamm vun 3 Kanner e.a. vum Léon Delvaux, si ass d'Wittfra vum Michel Delvaux.




#Article 383: Luc Frieden (476 words)


De Luc Frieden gebuer de 16. September 1963 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Jurist, Manager a fréiere Politiker (CSV). 
 

No senger Première am Kolléisch, 1982, huet de Luc Frieden Handelsrecht um Cours an der Stad an op der Sorbonne zu Paräis studéiert, wouran en 1986 eng Maîtrise gemaach huet. 1987 gouf hie Master of Comparative Law and Legal Philosophy op der Universitéit vu Cambridge (Groussbritannien) an 1988 Master of Laws op der Harvard Law School an Amerika. Niewelaanscht ass hien och nach a Coursen op der John F. Kennedy School of Government gaangen.
Tëscht 1989 an 1998 war de Luc Frieden Affekot um Stater Barreau, huet lëtzebuergeschen Droit um Cours an der Stad enseignéiert an Artikelen iwwer Bankerecht a Verfassungsrecht verëffentlecht. Tëscht 1981 an 1994 war hie fräie Mataarbechter vun RTL Radio Lëtzebuerg, wou en iwwer juristesch an aussepolitesch Theme geschwat huet.

Vun 1994 bis 1998, an dann nees vun 2013 bis 2014 war de Luc Frieden Deputéierte fir d'CSV-Fraktioun an d'Chamber. De 4. Februar 1998 huet hien op säin Deputéiertemandat verzicht, fir an der Regierung Juncker-Poos Minister fir Justiz, Budget a Bezéiunge mam Parlament ze ginn, och zoustänneg fir d'Modalitéite vum Aféiere vum Euro zu Lëtzebuerg.

De 7. August 1999 gouf hien, an der Regierung Juncker-Polfer op en Neits Justiz- a Budgetsminister, a war och zoustänneg fir d'Bezéiunge mat der Chamber. An der Regierung Juncker-Asselborn I war de Luc Frieden vun 2004 bis 2009 och nees Minister fir Justiz an de Budget an zousätzlech, bis den 22. Februar 2006, Minister fir d'Verdeedegung. An der Regierung Juncker-Asselborn II war hie vum 23. Juli 2009 bis den 21. Oktober 2013 Minister fir Finanzen a fir de Budget Vum 20. Abrëll 2013 u war hien zousätzlech Minister fir Kommunikatioun a Medien an där Regierung.

Ausserdeem war hie vun 2008 bis 2014 war President vun der Fondation de Luxembourg.

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 war de Luc Frieden, bis September 2014, nees Deputéierten. Hien ass dunn zréckgetrueden, fir Vice Chairman vum Deutsche Bank-Konzern zu London ze ginn. Zanter dem 2. Mäerz 2015 ass hie President vum Opsiichtsrot vun der Deutsche Bank Luxembourg. Uganks 2016 huet hie bei der Deutsche Bank opgehalen, a gouf de 4. Mäerz 2016 zum President vum Verwaltungsrot vun der Banque internationale à Luxembourg ernannt, enger Bank, déi hien als Finanzminister matgehollef huet, aus der Finanzkris 2008 eraus ze retten an un de katareschen Investitiounsfong Precision Capital ze verkafen. Kuerz virdrun, den 1. Februar 2016, gouf hien zum President vum Verwaltungsrot vun der Mediegrupp Saint Paul Luxembourg ernannt. Op deem Posten huet hien awer de 27. Mäerz 2019 demissionéiert, well hien den 1. Mäerz 2019 Member an der Assemblée plénière bei der Chambre de commerce ginn ass.
 
De Luc Frieden ass ausserdeem vum Hierschtsemester 2016/17 u Gaaschtprofesser fir Wirtschafts-Droit op der Universitéit St. Gallen.

De Luc Frieden ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.




#Article 384: Kings Canyon (230 words)


De Kings Canyon ass de gréissten an déifste Canyon an Zentralaustralien. E läit am Northern Territory, 420 km südwestlech vun Alice Springs. De Kings Canyon huet sech zu enger vun de gréissten Touristenattraktiounen am Northern Territory entwéckelt. Seng Klippe sinn 270 m héich.

De Kings Canyon läit am Wattarka Nationalpark, deen 300 km südwestlech vun Alice Springs läit.

E gëtt och de klenge Grand Canyon vun Australien genannt. Eng spektakulär Schlucht, déi iwwer 270 Meter héich an 1 km laang ass. D'Fielse liichten an alle Faarwe vu giel, iwwer gro bis zu rouden Téin. 

Dës Schlucht ass eent vun de wichtegste Gebidder am Rouden Zentrum. Zirka 600 Planzenaarten, dorënner vill Reliktplanzen aus den Urzäiten déi duerch déi fiicht-tropesch Vegetatioun erhale bliwwe sinn. Um dréchene Buedem vum Canyon wuesse grouss Floss-Eukalypten. Am Dall vum Canyon stinn uraal Palmfarnen a laanscht Strooss fir an de Canyon, fënnt ee Wüsteneechen a verschiddenen Alterskategorien.
Et gëtt vill Zorte Vullen, wéi Perruchen, Zebrafénken, Diamantdeiwecher an den Äisvull. Mat Chance kann ee fréi mueres och Fielsekängurue gesinn.

Et gëtt verschidde Wanderweeër, wéi de Kings Canyon Track deen 8 km laang ass an deen duerch d'Palmenoas Valley of Eden féiert, oder en Tour, duerch an iwwer d'Griechten, vun 6 km, wou d'Differenz vun der Héicht 150 Meter ass. Den einfachsten Tour duerch d'Flossbett, de Kings Creek Walk, geet ënner risegen Eukalyptusbeem laanscht an dauert ongeféier eng Stonn.




#Article 385: RTL Group (599 words)


DRTL Group ass déi gréisst europäesch Entreprise déi privat Radios- an Televisiounsprogrammer bedreift. Si ënnerhält 57 Televisiounssenderen an 31 Radiosstatiounen. Och an der Produktioun vun Televisiounsprogrammer (8.000 Programmstonnen am Joer) an am Handel mat Programmrechter (19.000 Programmstonne fir 150 Länner) ass si aktiv.

D'RTL Group ass 2000 aus der Fusioun vun der CLT-UFA mat der brittescher Gesellschaft Pearson TV entstanen. D'Bertelsmann AG huet déi grouss Majoritéit vun de Parten.

D'RTL Group huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg, um Kierchbierg.

DUrgroussmamm vum RTL Group ass dCompagnie Luxembourgeoise de Radiodiffusion (CLR), déi 1931 zu Lëtzebuerg gegrënnt gi war. Déi krut eng Konzessioun vum Lëtzebuerger Staat, fir Radiosemissiounen auszestralen, an huet dat ënner dem Numm Radio Luxembourg gemaach.

Am Dezember 1933 huet Radio Lëtzebuerg mat engem engleschsproochege Service ugefaangen, an dat mat dem stäerkste Laangwelle-Sender an Europa. Den Englänner Stephen Williams huet d'Emissioune moderéiert grad ewéi administréiert. Sonndes, wa vun der BBC méi eescht a reliéis Sendungen ausgestraalt goufen, huet ronn d'Hallschent vun den engleschen Auditeuren dann op Radio Lëtzebuerg ëmgeschalt. Well et der BBC net erlaabt war Reklammen ze senden, gouf dëst vu Radio Lëtzebuerg gemaacht, soudatt RTL ee vun den éischte „kommerzielle Radiossendere“ war.

Wéi den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, huet Radio Lëtzebuerg zougemaach. Am Krich (1940-1944/45) war de Radiossender mat deene vun Nazi-Däitschland gläichgeschalt, mä soubal d'Besatzer fort waren, gouf de Sender vun den Alliéierte benotzt, fir, an däitscher Sprooch, dem Reichsfunk eng Géigestëmm entgéint ze setzen.

Nom Krich gouf no an no den normale Betrib an däitscher, franséischer an englescher Sprooch erëm opgeholl an ausgebaut. Um englesche Sender war och de Stephen Williams nees derbäi, bis hien de Sender 1948 verlooss huet. Den 23. Januar 1955 gouf domat ugefaangen, en Televisounsprogramm a franséischer Sprooch auszestralen (ufanks Télé Luxembourg genannt), nodeem d'CLR sech 1954 an CLT (Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion) ëmbenannt hat.

D'1960er an 1970er Jore waren den Héichpunkt vun de Radiosprogrammer vun der CLT: Radio Luxembourg op Englesch (iwwer Mëttel- a Kuerzwell) hat Millioune vun Nolauschterer a Groussbritannien an an der ganzer Welt. De franséische Radiosprogramm RTL (bis an d'1980er Joren ausschliisslech vu Lëtzebuerg aus iwwer Laangwell ausgestraalt) ass bis haut dee meeschtgelauschterte Radio a Frankräich. An Däitschland haten dFröhliche Wellen von Radio Luxemburg Milliounen trei Nolauschterer. Ee Grond vun hirem Succès war, datt d'Programmer vun RTL net dréche vum Blat ofgelies goufen, mä d'Speaker fräi konnte schwätzen. Den Nolauschterer ass mat agebonne ginn; et konnt een uruffen, fir bei Spiller eppes ze gewannen, et gouf sprëtzeg Jinglen, asw. Haut huet een dat iwwerall, mä deemools war RTL ee vun den eenzegen, déi dat gemaach hunn.

An den 1980er Jore goufen an Europa déi audiovisuell Mäert dereguléiert, Privatprogrammer goufen zougelooss. Dat huet et der CLT erlaabt, nei Marchéen an Däitschland, Frankräich, der Belsch, Holland, Groussbritannien, Schweden, Polen, Ungarn, an Éisträich ze fannen. Dat huet awer och mat sech bruecht, datt d'Programmer net méi hu misse vu Lëtzebuerg aus ausgestraalt ginn. Och huet sech, wat den Ëmsaz betrëfft, d'Gewiicht ëmmer méi vun de Radios- op d'Televisiounsprogrammer verlagert. 1991 war RTL Television (déi als RTL plus den 2. Januar 1984 zu Lëtzebuerg ugefaangen hat an ë. a. vum Gust Graas gegrënnt gi war) fir d'éischt Leader um däitschen Televisiounsmaart.

Den 30. Dezember 1991 huet den engleschsproochege Service opgehalen op Mëttelwell ze senden an e Joer duerno, em Hallefnuecht den 30. Dezember 1992 gouf och de Satellitten- a Kuerzwelleservice zougemaach.

De Jean-Louis Schiltz ass President vum Verwaltungsrot vun der CLT-UFA.

(Televisiounsproduktioun an Handel mat Diffusiounsrechter)

Zu der RTL Group gehéieren och eng Rëtsch Produktiounsfirmen an Europa, Amerika an an Australien. wourënner:

Do derbäi kënnt nach d'Noriichteplattform ENEX (Lëtzebuerg, 76,4 %).




#Article 386: Kata Tjuta (270 words)


Kata Tjuta, och Olgas genannt, läit am Uluru-Kata Tjuta Nationalpark, am Northern Territory vun Australien.

D'Kata Tjuta ass eng 35 km² grouss Fielsformatioun. Si läit ronn 450 km südwestlech vun Alice Springs an 40 km westlech vum bekannten Ayers Rock. 
De Mount Olga ass mat 546 m den héchste vun deene 36 Käpp. E läit 1065 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Déi 36 Fielse sinn 500 Millioune Joer al. Si bestinn aus engem Konglomeratgesteen aus décken, ronnen, meescht kristallege Bestanddeeler a flache Gesteensschichten. Dës Steng si fauschtdéck a mat graffem Sand verbonnen. Et ass en ëmgekippte Steebierg deen duerch d'Äerdbeweegungen un d'Uewerfläsch komm sinn. En ass méi laang wéi den Uluru un der Äerdouwerfläch, dofir ass en duerch d'Erosioun scho méi ugegraff.

D'Kata Tjuta stiechen eraus wéi Käpp, dohier och den Numm Kata Tjuta (Vill Käpp). 
Si an den Uluru hunn eng grouss Bedeitung fir d'Anangu, déi traditionell Besëtzer vum Nationalpark. Laut archeologeschen Aussoe soll dëst Gebitt schonn zanter 22.000 Joer vun den Anangu bewunnt sinn. Wärend 100 Joer goufen déi zwou Fielsformatiounen Olgas (Kata Tjuta) an Ayers Rock (Uluru) genannt. De 26. Oktober 1985 hunn d'Aboriginies dunn hiert d'Land erëm kritt, a vun do un sinn déi offiziell Nimm erëm Kata Tjuta an Uluru, wéi scho Joerdausende virdrun.

Duerch d'Olga Gorge oder Valley of the Winds kann ee schéi Wanderungen duerch d'Schluchten an déi kleng d'Däller vum Kata Tjuta machen, wou een eng subtropesch Vegetatioun bewonnere kann a schéin Aussiichtspunkten op déi faszinéierend Landschaft huet.

E fantastesch Naturerliefnes ass all Dag bei Sonnenopgang a Sonnenënnergang ze bewonneren. D'Fielse weise sech duerch de Lichtafall op dës Eisenoxydverbindung an deene verschiddenste Routtéin.




#Article 387: Uluru-Kata Tjuta Nationalpark (177 words)


Den Nationalpark Uluru - Kata Tjuta ass eng vun deene gréissten Touristenattraktioune vun Zentralaustralien.

Am Northern Territory vun Australien läit den Nationalpark Uluru – Kata Tjuta, 355 km südwestlech vun Alice Springs, matzen an der rouder Wüst vum Kontinent.
En huet eng Fläch vun 1325 km2 an ass 1958 gegrënnt ginn. 
Am Park leien zwee bedeitend geologesch Naturmonumenter: Den Uluru an de Kata Tjuta.

Fir d'Urawunner huet de Park eng héich spirituell a kulturell Bedeitung.

D'Anangu, d'Urawunner vun Australien, sinn déi traditionell Besëtzer vum Nationalpark. Wärend 100 Joer hunn si awer missen op hir Heemecht verzichten a kruten dunn de 26. Oktober 1985 hiert Gebitt vum australesche Staat zréck, ënner der Konditioun, den Nationalpark fir Touristen zougänglech ze loossen. Wärend deenen honnert Joer gouf den Uluru Ayers Rock genannt an dKata Tjuta Olgas.

 
Am Nationalpark liewen 160 Vullenaarten, 72 Reptillaarten, dorënner déi gréisst australesch Eidechs, den 2,5 m laange Risewaran, d'Schwaarzkapppython oder den Därendäiwel, verschidde Schlaangenaarten a 24 Zorte Mamendéieren, wéi d'rout Risekänguru, d'Biergkänguru oder de Beidelmull.
Donieft gëtt et Gruppe vun Akazienaarten, Spinifexgras, Eukalyptusplanzen a Kasuarinegewächs.




#Article 388: Edikt vun Nantes (711 words)


Mam Edikt vun Nantes, deen den 30. Abrëll 1598 ënnerschriwwe gouf, garantéiert de franséische Kinnek Henri IV. de Protestanten d'Reliounsfräiheet.

Den Edikt vun Nantes ass d'Resultat vun enger laanger Aarbecht déi zwéin Deeg nom Doud vum Henri III. ufänkt, wou d'Deklaratioun vu Saint-Cloud vum 4. August 1589 de protestantesche Kult nëmmen an de Stied a Plazen erlaabt, wou e bis elo zelebréiert gouf. Den neie Kinnek Henri IV. engagéiert sech, keng Chargen u Protestanten an anere Stied a Plazen ze verdeelen ausser an deene vun dëser Lëscht.

Viru geet et eréischt am Juli 1591 mam Edikt vu Mantes wou den Henri IV. d'Klausele vum Pazifikatiounsedikt vu Poitiers (1577) oprecht erhält, a mat der Deklaratioun vu Saint-Germain (1593) wou hien de calvinistesche Kult an de Stied erlaabt, déi him bei senger Abjuratioun (25. Juli 1593) gefollegt hunn. Hien erlaabt den Hugenotten, wéi déi franséisch Protestanten traditionell genannt ginn, Collègen ze grënnen. Mä dëst geet de reforméierte Fransouse net duer. D'Verhandlunge ginn an de Jore 1595 a 1596 weider, zu Saumur respektiv zu Loudun. D'Protestante verlaangen d'total Reliounsfräiheet, mä dat ass dem Kinnek nach e Schrack ze wäit. Militäresch Cheffe wéi de Bouillon stelle sech géint de Kinnek. No enger hefteger calvinistescher Reaktioun gëtt Drock op den Haff ausgeübt an um Ufank vum Joer 1598 kënnt et zu neie Verhandlungen. D'Monarchie geet gestäerkt an des Verhandlungen: den 2. Mee gouf de Fridde vu Vervins mat Spuenien ënnerzeechent, an de leschte grousse Ligist den de Mercoeur huet sech erginn, wat de Wee op Nantes fräimécht, wou et dann och zu den ultimative Verhandlunge kënnt.

Den Edikt selwer, solennel et public, huet eng laang Preambel déi seet datt dëst en acte perpétuel et irrévocable ass, an datt et dem Staat nëmme gutt geet, wann d'reliéis Differenze gekläert sinn. D'Protestante kréien d'Geeschtesfräiheet a si kënnen all Funktiounen a Beruffer ausüben, déi si wëllen. Ausserdeem kréien d'franséisch Hugenotten eng, wann och limitéiert, Reliounsfräiheet. D'Priedegt an d'Sakramenter kënnen an de Kierche vun engem fief zelebréiert ginn, fir déi aner bleift et beim private Kult tëscht den eegene véier Maueren. Bei verschiddene Stied däerf de Kult och an deene Gebaier praktizéiert ginn, wou dat vu 1596 - August 1597 schonn de Fall war (cultes de possession), oder awer d'Protestante musse sech an d'Faubourgen zréckzéien (cultes de concession).

Ausserdeem akkordéiert den Edikt vun Nantes de Protestanten eng ronn 150 sougenannte places de refuge. 70 dovu gi sougenannte places de sûreté wou de Gouverneur Protestant ass, an de Kinnek d'Garnisoun op dëse Plaze bezillt. All dës Plaze gehéieren de Protestante fir aacht Joer.

Wat d'Justiz ubelaangt, gëtt de Protestanten de Prozess virun enger duebeler Chamber gemaach, déi zur Hallschent aus Katholicken  an zur Hallschent aus Protestante besteet. Dës Chambere fanne sech zu Grenoble, Castres, Toulouse a Paräis, allerdéngs gëtt d'Opdeelung tëscht Katholicken  a Protestanten zu Paräis ni respektéiert.

Schlussendlech ginn d'Protestantesch Collègen an Akademië finanziell vum Staat ënnerstëtzt.

Och wann den Edikt vun Nantes pro-protestantesch erschéngt, sou ass en dach eng Victoire fir d'Katholicken , wat am Artikel 3 däitlech gëtt: Ordonnons que la Religion catholique, apostolique et romaine sera remise et rétablie en tous lieux et endroits de notre royaume et pays de notre obéissance, où l'exercice d'icelle a été intermis, pour y être paisiblement et librement exercée, sans aucun trouble et empêchement. Och wann d'Protestanten eng Rei Privilegien zougesot kruten, sou hu se missen d'Primautéit vun der kathoulescher Relioun unerkennen.

No der Publikatioun vum Edikt koum et zu heftege Resistenzen, souwuel op kathoulescher wéi och op protestantescher Säit. Den 2. Januar 1599 refuséiert d'Parlament vu Paräis den Edikt z'enregistréieren. No laangwieregen Diskussiounen am Louvre léisst d'Parlament sech schlussendlech iwwerzeegen an enregistréiert de 25. Februar 1599 eng iwwerschafft Versioun vum Edikt. Doropshin zéien déi aner Parlamenter no, nëmme Rouen stäipt sech nach bis 1609 dogéint.

Mä net nëmmen intern kënnt et zu Konflikter. De Poopst Klemens VIII. ass och wéineg begeeschtert vum Edikt vun Nantes.

Dofir setzt den Henri IV. Kommissären an, déi an de verschiddene Bailliage kontrolléiere sollen, datt och alles sou ëmgesat gëtt, wéi den Edikt vun Nantes et virschreift a lues awer sécher berouegt sech d'Situatioun.

Et sief nach um Schluss bemierkt, datt den Edikt vun Nantes leider net perpétuel et irrévocable war, wat de Louis XIV. mam Edikt vu Fontainebleau am Joer 1685 ënner Beweis stellt.




#Article 389: Odyssee (1242 words)


DOdyssee (gr.: Οδυσσεια; Odysseía) ass no der Ilias den zweeten Epos, deen dem griicheschen Dichter Homer zougeschriwwe gëtt. Am spéiden 8. Joerhonnert v. Chr. gouf en néiergeschriwwen. D'Odyssee erzielt vun den Erliefnesser vum Kinnek Odysseus vun Ithaka a senge Begleeder op hirer Heemrees aus dem Trojanesche Krich.

A ville Sprooche steet de Begrëff Odyssee dofir fir laang Reesen, ouni ze wësse wouhin.

Ανδρα μοι εννεπε, Μουσα, πολυτροπον, 'ος μαλα πολλα
πλαγχθη, επει Τροισ 'ιερον πτολιεθρον επερσεν...

An 12.000 Hexameterversen an a 24 Gesäng erzielt d'Odyssee, wéi de Kinnek vun der klenger Insel Ithaka no 10 Joer Krich nach weider 10 Joer hin an hir reest. No villen Aventurë kënnt en onerkannt als Heeschemann heem an e fënnt säin Haus vu Freieren ëmginn, déi hanner senger Fra Penelope hier sinn.

An enger Parallelgeschicht, der Telemachie, kréie mer erzielt, wéi den Telemachos, de Jong vum Odysseus, sech op d'Sich mécht, fir säi vermësste Papp ze fannen.

Fir et spannend ze machen, schafft den Auteur mat komplexe Methoden. Hie baut Parallelhandlungen, Réckblenden, Tirangskapitelen, Wiessel vu Perspektiv an Erzieler a seng Geschicht an. Dat wat geschitt, gëtt net der Rei no beschriwwen, mä fänkt un, kuerz ier den Odysseus heem wëll fueren. D'Andeelung vum Wierk ass déi hei:

Déi nei Homerfuerschung fänkt u mam Friedrich August Wolf, engem Alphilolog vun Halle, den 1795 säin Prolegomena ad Homerum erausgëtt. Bis haut sinn d'Froen doriwwer, wie wat geschriwwen huet, nach net beäntwert.

Déi eng wonnere sech doriwwer, datt zwéin Erzielfiedem, de Krichsepos an d'Märercher an engem Buch sinn. Anerer fannen, datt déi zwee Wierker sech stilistesch gläichen, a ginn dovun aus, dOdyssee wir d'Alterswierk vum Homer.

Zanter dem Heinrich Schliemann sengen Ausgruewunge bei Troja ass et erwisen, datt dIlias e wierkleche Fong huet. Bei der Odyssee ass dat ganz anescht. Wou déi sech ofgespillt huet ass ëmstridden. De Geograph Erasthotenes huet sech schonn am 3. Joerhonnert driwwer lëschteg gemaach, fir d'Originalplazen eraus wëllen ze fannen. Anerer, wéi den Herodot hunn et awer probéiert. Ausser do, wou den Auteur reel Plaze genannt huet, Thrakien, Kap Malea, Kathera an Ithaka bleiwe Spekulatiounen.

D'Iwwerliwerung vum Text, sou wéi den Odysseedichter en um Enn vum 8. Joerhonnert v. Chr. geschriwwen hat, ass och fir déi antik Welt net sécher. Et läit no, datt et scho kuerz no der Redaktioun munnech Kopien am Ëmlaf waren.

Dat huet sech eréischt geännert no der Grënnung vun der Bibliothéik vun Alexandria duerch de Ptolemaios I. Soter am Joer 288 v. Chr. Déi Geléiert Zenodot vun Ephesus, Aristophanes vu Byzanz an virun allen den Aristarchos vu Samothrake, hunn durch Vergläicher und textkritesch Methoden kanonesch Versiounen vun deenen zwéin Texter zesummegestallt.
Zu deenen eelsten Textzeie gehéieren de Londoner Homer-Papyrus aus der éischter Hallschent vum zweeten an de Berliner Homer-Papyrus aus dem drëtte Joerhonnert.

Dat eelst Manuskript, dat et vum ganzen Homer gëtt, gouf am Byzanz vum 12. Joerhonnert geschriwwen. Inkunabelen, Eischtdréck vun der Odyssee stamen aus dem 16. Joerhonnert.

Schonn de réimeschen Dichter Publius Vergilius Maro huet déi Zort vu Geschichten weidergefouert. An der Aeneis, dem réimeschen Nationalepos, erzielt hien d'Schicksal vum trojaneschen Held Aeneas, dee sech an der ganzer Welt erëmdreift, ier en an Italie kënnt an do zum mythesche Papp vun de Réimer gëtt.

Aflëss vun der Odyssee sinn och an den arabeschen Mäerercher vum Sindbad dem Mierfuerer erëmzeerkennen.

D'Figur vum Odysseus ass vu munnech engem Dichter als Prototyp vum Mënsch u sech verstane ginn, nämlech virwëtzeg an ëmmer op der Sich fir eppes bäizeléieren a fir Geforen z'iwwerwannen. Op déi aner Manéier muss e sech géint d'Natur stäipen a sech géint d'Gëtter behaapten. Sou ass den Odysseus e Virbild fir déi sëllegen Helden, déi sech an alle Geforen duerchschloe mussen. Dem Jules Verne säin Kapitän Nemo (lëtz.: Keen) ass dat kloerst Beispill.

Mat de bekanntste Fall ass dem James Joyce säi Roman Ulysses (englesch fir Odysseus). An deem geet Rieds vum Annoncevendeur Leopold Bloom, deen de 16. Juni 1904 duerch Dublin trëppelt an dobäi allerhand Banales erlieft a spéit owes heem bei seng Fra Molly geet. Dat ganzt Buch ass opgebaut wéi dem Homer säi Klassiker. Et ass ee vun deene wichtegste Romaner vum 20. Joerhonnert.

Nom 2. Weltkrich hunn Auteuren an Däitschland d'Theema Odysseus an hir Heimkehrerdramen agebaut. Dee bekanntste Fall as dem Wolfgang Borchert säi Stéck Draußen vor der Tür.

Am Shakespeare sengem Wierk Troilus and Cressida (1602) fanne mer se all erëm: De Priam, den Hector, de Paris, Achilles, Nestor, Diomedes an d'Cressida, d'Duechtere vum Palchas. Wit would be out of fashion.

Am Dante Alighieri senger Divina Commedia fanne mer eisen Held an der Häll erëm. De Vergil féiert den Dante an de Lieser uechtert d'Häll. Am 26. Gesank fanne mer den Odysseus: In der Flamme büssen Odysseus und Diomedes, und sie müssen zur Strafe wie zum Hass gemeinsam laufen. Und in der Flamme müssen sie beklagen. Die Hinterlist des Pferdes, das die Pforte geöffnet für die Römer edlen Samen.

Dem Bertolt Brecht säin Eenakter Der Fischzug (geschriwwen 1919/20) gräift den 8. Gesank aus der Odyssee op. Beim Homer erwëscht den Hephaistos seng Fra Aphrodite mat dem Ares, dem Krichsgott, an hien helt se an engem Netz gefaangen.

Am Die heilige Johanna der Schlachthöfe mécht de Brecht eng Uspillung un den hannerlëschtegen Odysseus. Do set de Cridle: So lange musst du noch dein Gehirn, das listenreiche, üben.

Och Operekomponisten hu sech beim Homer zerwéiert. Den Erfinder vun der Oper, de Claudio Monteverdi huet mat Il ritorno d'Ulisse in patria (Den Odysseus kënnt a säin Heemechtsland erëm), déi 1640 zu Venedeg uropgefouert gouf, d'Zopp nees opgesat. Den Georg Friedrich Händel behandelt dem Odysseus säi Liewen virun dem trojanesche Krich a senger leschter Oper Deidamia. D'Haaptroll an dem Gabriel Fauré senger Oper Penelope spillt dem Odysseus seng Fra. E besse méi rezent sinn dem Luigi Dallapiccola seng Ulisse (Uropféierung 1968 zu Berlin) an dem Klaus Michael Arp seng Odysseus auf Ogygia (1988 zu Koblenz).

De Film huet sech natierlech dat Theema net laanscht d'Nues goe gelooss.
De Fritz Lang huet déi éischt Fassung ugefaangen, mä de Film ass ni fäerdeg ginn.
De Mario Camerini an de Mario Bava hunn 1954 de Monumentalfilm Ulisse (Die Fahrten des Odysseus) mat dem Kirk Douglas gedréit.

Du koum de Stanley Kubrick, dee mam Science-Fiction Klassiker 2001. A Space Odyssey dem Homer säin Text méi eegewëlleg ugepakt huet. Säi Film erzielt den Epos net chronologesch. Nodeem den Urmënsch eng Waff entdeckt huet, mat där hien anerer doutschloe kann, geet et op eng Rees durch d'Zäiten. Heiansdo begéint de Mënsch engem mysteriéise Steen, engem Monolyth deen, genee wéi d'Sirene beim Homer, e lackelegt Summe vu sech gëtt. De Film stellt och e Computer HAL mat engem A vir, dee sech géint d'Mënsche wëll duerchsetzen. Awer den Held bréngt et fäerdeg, fir de Computer ze blenden, hie baut dem HAL seng Komponenten aus. Den Numm vum Astronaut Dave Bowman (de Man mam Bou) weist natierlech op den Odysseus als trainéierten Bou-Schéisser hin. Dem Monolyth säi Sirenegesank, aus dem Dréibuch geet follgendermoossen: .. when the sound begins. It is quite soft, and it stops them in their tracks, so that they stand paralyzed on the trail with their jaws hanging. A simple, maddeningly repetitious rhythm pulses out of the crystal cube and hypnotises all who come within its spell.

De 26. Mee 2008 gouf an der Abtei Neimënster dem Henri Muller seng komplett Iwwersetzung vum Homer senger Odyssee aus dem Algriicheschen, déi vun der griichescher Botschaft finanziell ënnerstëtzt an editéiert gouf, virgestallt. D'Editioun huet 6 Bänn an d'Oplo ass ëm déi 1.000.




#Article 390: Reptiller (581 words)


DReptiller sinn eng Klass vu Wierbeldéieren, déi am Laf vun der Äerdgeschicht no den Amphibien, aus deene se sech eraus entwéckelt hunn, entstane sinn.

Bescht bekannt Vertrieder vun de Reptiller sinn d'Eidechsen, d'Schlaangen, d'Deckelsmouken, d'Krokodiller an d'Dinosaurier (déi virun zirka 66 Millioune Joer ausgestuerwe sinn).

De Kierper vun de Reptiller ass mat Harschuppe bedeckt a si ootmen duerch Longen. Si si wiesselwaarm (heterotherm), d. h. datt hir Kierpertemperatur sech der Baussentemperatur upasst, well se hir Kierpertemperatur net selwer reegele kënnen. D'Reptiller planze sech duerch Eeër fort.

Hir Longe si méi kleng a manner komplizéiert opgebaut wéi déi vun de Vullen an de Mamendéieren, well se wéinst hirem nidderegen Energieverbrauch vill manner Loft brauchen. Och hiert Häerz ass méi kleng (2 % vun hirem Kierpergewiicht) sinn den Ufuerderungen déi hirem Bluttkreeslaf gestallt ginn, ugepasst.

An enger waarmer Ëmgéigend ass hire Stoffwiessel séier genuch, mä soubal d'Temperatur fält, fänke si u méi roueg ze ginn, si friessen näischt méi bis si dann eng Kéier ganz estarren. Deen Zoustand kënne si iwwer Méint halen ouni iergendwéi Schied z'erleiden. Dat ass de sougenannte Wanterschlof.

Well d'Reptiller sou staark vun enger héijer Temperatur an hirer Ëmgéigend ofhängeg sinn, liewen déi meescht vun de 5000 Aarten a waarme Länner. Obwuel déi meescht Fleeschfrësser sinn, gëtt et eng Rëtsch Aarten déi vegetaresch liewen, wéi déi grouss Mierechs vun de Galapagosinselen.

D'Fortbeweegung vun de Reptiller ass och ganz ënnerschiddlech. En Deel kraucht mam Bauch iwwer de Buedem (Schlaangen oder verschidden Eidechsenzorten), anerer kënnen op den hënneschte Been lafen a mam Schwanz steieren (Kragenechsen, Chlamydosaurus kingi), déi meescht ginn awer op véier Patten (Krokodiller). Et gëtt der souguer déi schwammen oder duerch d'Loft seegele kënnen.

Vun der stammesgeschichtlecher Entwécklung hir stamen d'Reptiller vun amphibesche Landwierbeldéieren of. An der Grupp vun den Tetrapoden gehéieren si zu den Amniota.

D'Amniota ginn an zwou Gruppe gedeelt, déi sech ob d'Zuel vun de Schädelëffnungen (ausser déi vun den Aen, der Nues an den Oueren) baséieren: d'Synapsida (eng Ëffnung) an d'Diapsida (zwou Ëffnungen); d'Ur-Amniota (Anapsida) hate keng Ëffnungen. 
Zu den Diapsida ginn d'Reptiller an d'Vulle gezielt, mat ausgestuerwene Gruppe wei d'Dinosaurieren (Dinosauria) an d'Fluchsaurieren (Pterosauria).

Deckelsmouken allerdéngs hu keng Ëffnung, wouduerch s'eigentlech missten zu den Anapsida zielen. Verschidde Paleontologe mengen zwar datt dat wéinst eng spéider Zréckentwécklung vun den Diapside wier. Si zielen haut zu der Schwëstergrupp vun den Archosaurieren aus der Famill vun de Reptiller duerch d'Lag vun hirer Halsoder an der Ausbildung vun hirer Aorta. D'Fossilsituation ass awer nach net definitiv gekläert.

Déi éischt Reptiller triede virun ongeféier 300 Millioune Joer am Perm op. Eng éischt Opdeelung kënnt scho ganz fréi vir: déi oneigentlech Reptiller (Parareptilia) an déi eigentlech Reptiller (Eureptilia).
Vertrieder vun de Parareptilia sinn déi am Trias ausgestuerwe Procolophonida, déi dacks als no Famill vun de Schildkröten ugesi ginn, an déi am Perm ausgestuerwe Pareiasauria.
D'Eureptilia ginn agedeelt an: d'Archosauria, also d'Krokodiller, d'Fluchsaurieren an d'Dinosaurieren (an haut och d'Vullen) an d'Leptosauria, wéi d'Eidechsen, d'Schlaangen, Duebelschläichen an d'Bréckenechsen. Donieft gëtt et och nach den ausgestuerwenen Aascht Sauropteriygia, déi grouss Mieresreptiller.

D'Systematik vun de Reptiller gëtt et an zwou Versiounen:

Versioun 1 (klassesch Versioun): Schildkröten als Anapsida

Dës Versioun stellt d'Reptiller als eng vollkomme kënschtlech Grupp duer (Polyphylum), well si souwuel d'Synapsida (mat de Mamendéieren) wéi och d'Vullen ausschléisst:

Versioun 2: Schildkröten als Schwëstergrupp vun den Archosauria, Reptiller an d'Vullen als Sauropsida.
An dësem Fall bilden d'Reptiller nach ëmmer keng vollstänneg natierlech Grupp, well si d'Vullen ausschléissen. D'Alternativ Sauropsida, déi d'Vullen als Deel vun den Dinosauria mat ëmfaasse sinn awer en echten Taxon:




#Article 391: Uluru (451 words)


Den Uluru ass de gréisste Monolith op der Äerd an déi wuel bekanntst Touristenattraktioun vun Australien. Den Uluru oder Ayers Rock, wéi een nach haut meeschtens genannt gëtt, ass e Rescht vun enger Biergkett.

Den Uluru leit am Uluru-Kata Tjuta Nationalpark 460 km südëstlech vun Alice Springs ewech, am Northern Territory matzen an der riseger rouder Wüst vun Australien.

En ass 4 ½ km laang, 2 ½ km breet an 348,7 m héich.

 
Uluru heescht iwwersat: Plaz am Schiet. Et ass e geologesche Phenomeen. 
De roude Sandsteemonolith steet 348 Meter aus dem australeschen Outback eraus. 
Mä dat ass eigentlech nëmmen d'Spëtz dovun, de Rescht, läit bis zu sechsdausend Meter déif ënner der Äerduewerfläch. 
Op senger Uewerfläch si lauter Waasserlächer, verschiddener sou déif, datt si ni ausdréchnen. De wéinege Reen deen an där dréchener Wüst fält, sammelt sech op engem risege Platto a speist ëm de Fiels ronderëm e fruchtbare Buedem.
 
Zanter Joerdausenden ass den Uluru eng Quell vu Waasser an Nahrung fir d'Mënschen an Déieren.

Tëscht dem Dag an der Nuecht gëtt et riseg Temperaturschwankungen. Am Dag kënnen Temperaturen bis op 40 Grad eropklammen, wougéint se an der Nuecht an de Minus falen. Dohier geet d'Gestengs duerch d'Hëtzt am Dag auserneen an an der Nuecht duerch d'Keelt zitt et sech zesummen. Déi Temperaturschwankunge féieren dozou datt den Uluru lues a lues zerbréckelt.

Eigentlech besteet de Monolith aus déckkäregem groe Sand. Seng rout Faarf huet hie kritt duerch de Stëbs, deen de Wand aus der rouder Wüst op hie bléist.

Den Uluru ass en hellegen Uert fir d'Anangu, déi Aboriginis déi an dëser Géigend schonn zanter dausende vu Jore liewen.

An den 1980er Joren ass tëscht den Aboriginis an dem australesche Staat en Ofkommes getraff ginn, déi d'Benotze vum Uluru festleet. D'Land ronderëm de Fiels kruten d'Urawunner zréck, ënner der Konditioun den Nationalpark fir Touristen zougänglech ze loossen. D'Hoteller direkt beim Fiels sinn dunn och an déi nei gebaute Stad Yulara verluecht ginn. D'Reschter dovu sinn nach haut z'erkennen.

D'Australier bezeechnen den Uluru och gär als rout Häerz. Deen Numm kënnt vun der staarker rouder Faarf vum eisenhaltege Sandsteen. Jee no Sonnenstand- oder stralung liicht an deene verschiddenste Routtéin, wéi feierrout, purpurrout, rosa a violett.

Mat enger Ketten kann een op den Ayers Rock eropklammen, wou ee vun uewen eng wonnerbar Aussicht huet. D'Eropklammen dauert ongeféier 30 – 35 Minutten. De Rekord läit bei 12 Minutten.

Et kann een och en Entdeckungstour ronderëm de Monolith maachen, wou een déi joerdausendal Hiel kucke kann. D'Zeechnungen op de Wänn sinn deelweis méi al wéi 30.000 Joer, an handelen iwwer dDramzäit, d'Mythologie an d'Schöpfungsgeschicht vun den Aboriginis. 
Déi Geschicht ass geheim an néierens schrëftlech festgehalen a konnt bis elo net vun de Wëssenschaftler enträtselt ginn.




#Article 392: Pazifikatiounsedikt vu Poitiers (187 words)


De Pazifikatiounsedikt vu Poitiers gëtt am September 1577 ënnerschriwwen.

Dësen Edikt geet Hand an Hand mam Fridde vu Bergerac déi de siwente Reliounskrich ofschléisst. Den Toun am Edikt ass extreem reliéis gehalen. Den Edikt ass a Numm vun eiser Här geschriwwen, deem seng verge de rigeur doffenses et péchés des hommes bestrooft. Et sinn déi Onschëlleg, c'est à savoir notre pauvre peuple déi am meeschte leiden.

Wat d'Reliounsfräiheet betrëfft, sou ass dës an de Faubourge vun enger Stad pro Bailliage oder Sénéchaussée erlaabt, an ausserdeem och nach op alle Plaze wou de protestantesche Kult publik de 17. September 1577 zelebréiert gouf. D'gemëschte Justizchamberen gëtt et nëmmen nach a véier Parlamenter (Bordeaux, Toulouse, Grenobel an Aix). Dës Chambere sinn zesummegesat aus aacht kathoulesche Conseillierën, a véier Reforméierten. D'sougenannt Places de sûreté bleiwe weiderhin zu aacht (Périgeux, La Réole, Mas-Grenier, Montpellier, Aigues-Mortes, Nyons, Serre a Seyne) mä si ginn nëmme fir sechs Joer erlaabt.

De Pazifikatiounsedikt schaaft e Kompromëss, deen deem vum Edikt vun Nantes virausgeet. Genee sou wéi en am September ënnerzeechent gouf, bleift en awer net stoen, wat duerch d'Traitéë vu Nérac a vu Fleix bedingt ass.




#Article 393: Obélix et compagnie (220 words)


Obélix et compagnie ass den 23. Album aus der Astérix-Serie vum René Goscinny an Albert Uderzo.

No nees enger Néierlag géint eis Gallier ass den Cäsar op en Neits op der Sich no engem Wee fir dat klengt Rebellenduerf ze ënnerwerfen. De jonke Caius Saugrenus kënnt op d'Iddi et mat Sesterzen ze probéieren. D'Gallier sollen duerch de Goût vun de Suen genee sou dekadent ginn, wéi d'Politiker ronderëm den Cäsar, déi nëmmen nach un Iessen an Drénken denken.

De Saugrenus mécht sech also op de Wee a Gallien a keeft dem Obelix all seng Menhiren of. Wéi seet de Saugrenus sou schéin zum Obélix: « Un acheteur de menhirs et un livreur de menhirs sont faits pour s'entendre ». Duerch seng nei Opträg huet den Obelix all Hänn voll ze dinn, a ka mol net méi mam Asterix op d'Wëllschwéngsjuegd goen. Iergendwann grommelt dann awer säi Mo, mä den Asterix bleift haart. An deem Moment kënnt den Duerfbewunner Analgésix laanscht, op senge Schëlleren dréit en e Wëllschwäin. Den Obelix decidéiert kuerzerhand, him dëst ofzekafen a sou hëlt d'Ongléck säi Laf. D'Gallier si nëmmen nach beschäftegt mat produzéieren a verkafen, well wéi den Obelix sou schéi seet: « Si la demande offrée de la production satisfaite j'en fais pas assez, alors ça va faire chuter les sesterces dans la cour. »




#Article 394: Astérix chez les Belges (227 words)


Astérix chez les Belges ass de 24. Album aus der Astérix-Serie vum Albert Uderzo a René Goscinny. Et ass dee leschten, un deem de Goscinny matgeschafft huet. Eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Lex Roth koum 1989 ënner dem Titel Den Astérix bei de Belsch eraus.

D'gallescht Duerf ass ausser sech. Do kommen dach tatsächlech Legionäre Vakanz maachen! D'Réimer komme grad aus der Belsch zréck, a wann een hinne gleewe kann, da si souguer dem Obelix seng Schléi e Pleséier. Traureg mussen eis Gallier feststellen, datt souguer den Cäsar seet « De tous les peuples de la Gaulle, ce sont les Belges les plus braves». Dat léisst de Chef Zwirkinnix (am Original: Abraracourcix) natierlech net op sech sëtzen. A sou kënnt et, datt hie sech mam Asterix an Obelix op de Wee mécht, fir erauszefannen, op d'Belsch dann elo wierklech besser sinn, wéi d'Gallier.

Ënnerwee léiere si de Belsch Zillebakix (am Original:Gueuselambix) kennen, deen hinne mat senge Männer weist, wéi séier si e réimescht Lager plattmaachen. Géigesäiteg weise si sech wat se kënnen, an déi Domm bei der Saach sinn natierlech wéi ëmmer déi aarm réimesch Legionären. Mä dat geet dem Zwirkinnix net duer, a wéi den Zoufall et wëll, ass den Cäsar och grad an der Belsch a sou decidéieren eis Gallier, e Concours z'organiséieren wou hien den Arbitter spille soll.

(a Klammeren déi original Nimm am Franséischen)




#Article 395: Afrika (140 words)


Opgepasst: Dësen Artikel geet iwwer de Kontinent Afrika. Fir d'antik réimesch Provënz, kuckt wgl. den Artikel Africa.

Afrika ass deen zweetgréisste Kontinent. En ass dräimol méi grouss wéi Europa an huet eng Fläch vu 30,3 Millioune km2.

Am Weste vun Afrika läit den Atlantik, am Osten den Indeschen Ozean an d'Rout Mier an am Norden d'Mëttelmier. D'Küstelängt huet 30.490 km.

Haut gëllt et als geséchert datt den Urspronk vun der Mënschheet an Afrika läit.

Et gëtt iwwer 1000 eegestänneg Sproochen an Afrika, dovu ginn déi 50 gréisser vu jeeweils iwwer enger Millioun Leit geschwat.

Déi wichtegst Sproochen, no Sproochfamillen agedeelt, sinn:

Den afrikanesche Kontinent ass dee mat deene meeschte gescheiterte Staaten. Et gëtt nach ëmmer vill Länner, wou Mënscherechter oder Demokratie kleng geschriwwe ginn.
Zanter der Grënnung vun der Afrikanescher Union (AU) besteet d'Hoffnung datt dës Problemer geléist kënne ginn.




#Article 396: Kontinent (148 words)


D'Wuert Kontinent (vum laténgeschen (terra) continens) heescht Land, dat zesummenhänkt.
D'Kontinenter op der Äerd maachen am Ganzen nëmmen 29 Prozent vun der Äerduewerfläch aus.
Zum Kontinent gehéiert déi grouss zesummenhängend Landmass wéi och dee vu relativ flaachem Mier bedeckte Kontinentalsockel an deen zum Déifmier offalende Kontinentalhang.

Déi baussenzeg Schuel vun eiser Äerd ass an eenzel Placken zerbrach. Déi Placken droen d'Kontinenter an d'Mieresbiedem a schwammen um plasteschen Deel vum Äerdmantel. Deen ass dauernd a Beweegung, wouduerch d'Placke kollidéieren oder sech verkropen. D'Folleg si Vukanausbréch, Äerdbiewen a Biergbildungen.

Virun 220 Millioune Joer gouf et just een eenzege grousse Kontinent, de Superkontinent Pangea.
Virun 180 Millioune Joer ass Pangea auserneegebrach an d'Tethys-Mier ass entstanen. Den Atlantik fänkt u sech ze bilden an Indien drift no Norden. 
Virun 10 Millioune Joer sinn d'Antarktis an Australien auserneegebrach. Laurasia zerbrécht wéi den Nordatlantik sech opgemaach huet. Nordamerika kënnt méi wäit vun Europa fort.




#Article 397: William J. Kroll (246 words)


De William J. Kroll (och nach: Guillaume J. Kroll) gebuer de 24. November 1889 zu Esch-Uelzecht als Wilhelm Justine Adolph Kroll, a gestuerwen den 30. Mäerz 1973 zu Bréissel, war e lëtzebuergesche Fuerscher an Erfinder.

De Kroll huet seng Kandheet am Schiet vun den Héichiewe vun der Brasseurs Schmelz verbruecht, wou säi Papp Direkter war.

Nodeem en an Däitschland, Éisträich an Ungarn bei verschiddenen Entreprisë geschafft hat, an ë. a. en neie Bläi-Aluminiumalliage entwéckelt hat, koum de Kroll 1923 zréck op Lëtzebuerg an huet an der Stad um Belair d'Villa Leclerc, an där haut de Kadaster ass, an e Laboratoire ëmgebaut. Do huet e souzesoen als Ee-Mann-Betrib am Beräich vun der Metallurgie geschafft a gefuerscht, virun allem iwwer den Titan an Alliagen dovun.

Am Februar 1940 ass de Guillaume Kroll an Amerika ausgewandert. Fir d'éischt huet e fir dUnion Carbide and Carbon geschafft, duerno fir de Bureau of Mines am Oregon an op der Oregon State University, wou en och säi Wëssen un d'Studente weiderginn huet. 1946 huet en deen no him genannte Kroll-Procedé entwéckelt, deen et erméiglecht, Titan an Zirkonium duerch Reduktioun op industrieller Basis ze produzéieren. Titan ass genee sou zolidd wéi Stol, mä méi liicht, a gëtt dofir vill an der Aeronautic gebraucht.

De W. J. Kroll huet iwwer 50 Patenter ugemellt, fir Metall-Legéierungen ze produzéieren. En ass Éierendokter vun net manner wéi 5 Universitéiten a krut ë. a. 1954 dJames Douglas Gold Medal vum American Institute of Mining, Metallurgical and Petroleum Engineers.




#Article 398: Joséphine-Charlotte vun der Belsch (167 words)


DJoséphine-Charlotte, Ingeborg, Elisabeth, Marie-Josée, Marguerite, Astrid, gebuer den 11. Oktober 1927 zu Bréissel als Prinzessin vun der Belsch, a gestuerwen den 10. Januar 2005 op Schlass Fëschbech war, als d'Fra vum Grand-Duc Jean, Groussherzogin vu Lëtzebuerg.

D'Prinzessin Joséphine-Charlotte war déi eelst Duechter vum spéidere Kinnek Leopold III. a senger Fra, der Prinzessin Astrid vu Schweden. Hir Kandheet huet se ufanks zu Stuyvenberg verbruecht, 1944 gouf se mat hirem Papp an Däitschland ënner Hausarrest gestallt a goung nom Krich mat hirer Famill op Prégny bei Genf wunnen, wou d'Joséphine-Charlotte Kannerpsychologie studéiert huet.

Den 9. Abrëll 1953 huet si den Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg bestuet. Aus dësem Bestietnes gounge 5 Kanner ervir:

Den 12. November 1964 ass de Prënz Jean senger Mamm Charlotte op de Lëtzebuerger Troun gefollegt, d'Joséphine-Charlotte gouf Groussherzogin.

Vun 1964 un ass d'Joséphine-Charlotte Presidentin vum Lëtzebuerger Lëtzebuerger Roude Kräiz gewiescht an huet eng sëllegen aner Wueltätegkeetsorganisatioune patronéiert. Si war staark u moderner Konscht intresséiert.

D'Philharmonie um Kierchbierg an eng Metrosstatioun zu Bréissel sinn no hir benannt.




#Article 399: Terry Pratchett (788 words)


Den Terence David John Pratchett gebuer den 28. Abrëll 1948 zu Beaconsfield am Buckinghamshire, a gestuerwen den 12. Mäerz 2015, war een englesche Fantasy-Schrëftsteller. Seng bekanntst Bicher sinn déi aus der Discworld-Welt.

De Pratchett huet säin éischt Wierk mat 13 Joer erausbruecht, an der Schoulzeitung. Dës Kuerzgeschicht, The Hades Business, ass duerno an enger Science Fantasy Zäitschrëft ofgedréckt ginn, an huet dem Pratchett 1961 seng éischt 14 Pond erabruecht.

Nodeem hien 1965 mat der Schoul fäerdeg war, ass hie Lokal-Journalist ginn an huet seng éischt Kontakter mat der Buch-Industrie geknëppt. Duerno huet hien als Pressespriecher an engem Atomkraaftwierk geschafft, mä just soulaang bis hie méi Sue mat Schreiwen, wéi mat schaffe verdénge konnt.

Hien huet 1998 den Order of the British Empire fir seng Zerwisser un der Literatur kritt an zielt haut zu de meeschtgeliesene Schrëftsteller an England an doriwwer eraus.

Den Apel fält net wäit vum Stamm: säi Meedchen, d'Rhianna Pratchett, ass och Fantasy-Schrëftstellerin a Journalistin.

Mat Going Postal ass Buch Nummer 33 an der Discworld-Serie Enn 2004 op de Maart komm. Dës Rei vu Bicher sinn humoristesch Fantasy-Parodien déi sech op enger Scheiwewelt ofspillen. Dës Welt gëtt vu véier Elefante gedroen, dës Elefanten hirersäits stinn um Réck vun enger enormer Rise-Schildkröt déi duerch de Weltraum schwëmmt (wéi gesot, et handelt sech ëm Fantasy, an dach baséiert dës Geschicht op engem reale Mythos vun den Hindus: der Chukwa).

Dem Pratchett seng Parodien ëmfaasse sou Theme wéi Science fiction, Ingmar Bergman-Filmer, Australien, Hollywood, Zeitungen, Rock'n Roll Musek, Relioun, Philosophie, egyptesch Geschicht, Gewerkschaften, Monarchie a sou weider. Eigentlech riichte sech seng Geschichten un dat erwuessent Publikum, mä zum Beispill huet hien 2001 d'Carnegie Medal fir säi Roman The Amazing Maurice and His Educated Rodents als beschte Kanner-Roman gewonnen.

Zesumme mam Ian Stewart an Jack Cohen huet de Pratchett The Science of Discworld (1999) an  (2002) geschriwwen. Dës Bicher beschreiwen op eng quasi wëssenschaftlech Aart a Weis d'Scheiwewelt. Een drëtt Buch an dëser Serie, , soll am Mee 2005 erauskommen.

E puer vum Pratchett senge Romaner si vum Stephen Briggs zu Theater-Stécker ëmgeschriwwe ginn: 

Éischt Editioune vun den éischten Discworld Bicher ginn deier gehandelt, sou kascht déi englesch Éischteditioun mat haardem Deckele vun The Colour of Magic iwwer £2000 (4,500 Stéck sinn an den USA vu St Martin's Press gedréckt ginn, dovu sinn der just 506 an England verkaaft ginn, also eng zimmlech Raritéit), fir The Light Fantastic muss een ëmmerhin nach £1000-1500 berappen.

Kuriéiserweis kann ee sech selwer an enger Geschicht veréiwegen. Heiansdo nämlech fält et dem Här Pratchett an, op enger Woltätegkeetsveranstaltung deem, deen am meeschte bitt eng Roll an engem Buch quasi op de Leif ze schreiwen.

Déi aussergewéinlech Buchdeckel-Illustratiounen fir all Discworld Bicher (op d'mannst emol déi, déi an England verkaaft ginn) huet bis 2001 den Josh Kirby gemoolt.

Net ze vergiessen eng Rei vu Bicher déi näischt mat der Scheiwewelt ze dinn hunn.

Do sinn zum Beispill déi dräi Bicher iwwer den Johnny Maxwell, Only You can save Mankind, Johnny and the Bomb an Johnny and the Dead, een zwielef Joer jonke Borscht deen nawell eppes erlieft.

Da gëtt et nach zwéi Romaner déi méi a Richtung Science fiction tendéieren, natierlech mat enger typescher Portioun Humor. Klengt Beispill: « D'Ausgruewungen hu bewisen datt de Plesiosaurier ee Schëld am Grapp gehalen huet, wou drop stoung, Stoppt Atomversich: ELO. Dat war näischt Ongewéinleches, mä... »

Oder d'Nomen-Trilogy (Truckers, Diggers, Wings) iwwer ee Vollek vu Gnomen déi urplëtzlech mussen hir Welt verloossen. Hir Welt ass, wéi sech erausstellt, dem Ënnergank geweit, well hir Welt ass nämlech e Mega-Akafszentrum à la Harrods, deen elo ofgerappt gëtt. An dräi Romaner gëtt den Exodus, den Nei-Ufank an de Grëff no de Stäre beschriwwen. Vill Parallellen zu eisen Zivilisatiounen an eng Portioun sozialer Kritik maachen aus dëse Bicher kleng Bijouen.

Mä den absolutten Hummer ass Carpet People. Wien elo mengt, et géif ëm wierklech mini Männercher goen déi an engem décke Perser-Teppech wunnen, a fir déi de Stëbssuckler eng Naturkatastroph ass, dee läit richteg. Wann ech schreiwe mini, da mengen ech och mini. Sou tummele sech do ganz Vëlker an deem Teppech, mat Kricher an Expeditiounen an Äerzminnen, déi wäit ewech leien. Gleeft mir, dir kuckt ären Teppech ni méi mat deene selwechten Ae wann der dëst Buch gelies hutt.

Hei eng Lëscht:

Dem Pratchett seng Bicher hunn, fir den Fantasy-Genre, ongewéinlech vill Präisser gewonnen an et gëtt och eng Partie Bicher déi sech mat sengem Wierk beschäftegen. Eng Kompilatioun dovun, , eds. Andrew M. Butler, Edward James an Farah Mendlesohn, publizéiert vun der Science Fiction Foundation am Joer 2000.

De Pratchett war ee vun den éischte Schrëftsteller déi den Internet benotzt hu fir mat hire Lieser a Kontakt ze kommen. Zanter Joren ass hie reegelméisseg am Usenet Newsgroup alt.fan.pratchett ze fannen.




#Article 400: Fernand Hoffmann (250 words)


De Fernand Hoffmann gebuer den 8. Mee 1929 zu Diddeleng, a gestuerwen den 22. November 2000 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Auteur, Literaturkritiker a -wëssenschaftler a Sproochewëssenschaftler. Op säi Kont ginn iwwer 400 Publikatiounen.

De Fernand Hoffmann wiisst zu Hollerech op a mécht seng Première 1948 am Athenäum.
Hie studéiert zu Paräis op der Sorbonne Germanistik, Geschicht a Philologie (bis 1951) an zu Tübingen (bis 1953) a gëtt duerno Professer zu Lëtzebuerg.

De Fernand Hoffmann seng Bibliographie ëmfaasst iwwer 400 Publikatiounen, dorënner eng Onmass vu Bicher- an Theaterrezensiounen, Vir- a Nowierder, Noriff a Laudatioen. An den 1950er Jore kommen 1-3 Publikatiounen an der Academia, vun de Sechzeger Joren un ëmmer méi an der Warte eraus. 
An den 1960er Jore schreift hien och seng éischt Fiktiounen a Form vu Romaner (Die Grenze, 1972), Radiospiller (Pier Beautemps, 1962) an Theaterstécker (Adamesstrooss 13, 1965).
Aner Romaner sinn nokomm:

DGeschichte der Luxemburger Mundartdichtung (Bd 1.: 1964, Bd. 2: 1967), ass seng éischt grouss Fuerschungspublikatioun. Zu senge Fuerschungsaarbechten ass och seng Doktoratsthes ze zielen:

Ausserdeem gëtt et d'Monographien:

an, an der Linguistik:

Aner Buchpublikatioune ginn, wéi seng Artikelen och, iwwer déi verschiddenst Sujetën:

Ëm 1990 kënnt eraus, datt de Fernand Hoffmann et beim Kenntlechmaache vun de Quellen an e puer Artikelen net sou genee geholl hat an der en etlech 'vergiess' huet.

De Fernand Hoffmann gouf mat eng Rëtsch Gielercher ausgezeechent: Officier de l'Ordre de la couronne de chêne, Commandant de l'Ordre de Mérite, Nassauer Zivil- und Militärorden an dem Bundesverdienstkreuz 1. Klasse.




#Article 401: Geowëssenschaften (826 words)


DGeowëssenschaften ëmfaassen all d'Wëssenschaften, déi sech mat der Äerd beschäftegen.

Bei der Geowëssenschaft ginn d'Kenntnesser an d'Methode vun de Basiswëssenschafte Physik, Mathematik, Astronomie, Chimie a Biologie ugewennt.
D'Geowëssenschafte sinn zimmlech fächeriwwergräifend a kënne ganz schwéier agegrenzt ginn. Doduerch gëtt et keng eendeiteg Definitioun.

D'Ekonomiegeologie benotzt op der Sich no ekonomesch wäertvolle Réistoffer, nieft klassesche geologeschen Techniken, wéi d'Andeelen a Prouwen huelen um Terrain, och d'Methode vun der Geochimie, Geophysik a Fernerkennung. Zur Klärung vun der Genese vu Lagerplazen ass besonnesch d'Virstellung iwwer de Floss vun ënnerierdeschen, mineraliséierte Léisungen (Fluid) wichteg. D'Biergbaugeologie benotzt bei der Sich an der Exploitatioun vun Äerzlageren Erkenntnesser vun der Tektonik an der Strukturgeologie. Bei der Sich no fossilem Brennmaterial, wéi och no netmetalleschem Réimaterial, brauch ee Kenntnesser aus der Paleontologie (haaptsächlech Mikrofossilien) a Sedimentologie.

Interdisziplinaart Instrument fir Datebeschafung duerch Loftbildopnamen an Fernerkennungssatelitte fir bal all Beräicher déi hei opgefouert sinn.

bedeit d'Rekonstruktioun vun Zeechnunge a vu Géigestänn (hei d'Äerd- oder Buedemuewerfläch) an dräidimensionaler (z. B. eng perspektivesch Zeechnung vun enger Foto).

D'Geochimie befaasst sech mat dem Opbau an der Verdeelung vu cheemeschen Elementer an Isotopen op der Äerd, op anere Planéiten an am Weltraum (Kosmochimie). Ausserdeem erfuerscht si d'Gesetzer vum Matièretransport a -kreeslaf vun de Mineraler an dem Gestengs an der ganzer Äerd.

D'Geodesie befaasst sech mat der Bestëmmung vun der Figur vun der Äerd, hirer Zeechnung a Kaarten a Pläng souwéi dem Vermoossen a Beschreiwung vun der Géigend an de Géigestänn a Bedeitung op der Äerduewerfläch. Deelberäicher vun der Geodesie sinn d'Äerdvermoossen, d'Landvermoossen, d'Kartographie, d'Fotogrammetrie, d'Ingenieurvermoossen an d'Astrogeodesie, déi d'Kenntnesser, d'Mëttel an d'Methode vun der Astronomie fir Vermoossenssaufgaben asetzt.

D'Geographie ënnersicht all Virgäng an op der Äerd. Deelberäicher vun der Geographie sinn d'Physesch Geographie an der Anthropogeographie.

Si beschreift d'Gestalt vun der Äerduewerfläch, zu hiren Deelgebidder geheieren:

D'Geomorphologie ënnersicht d'Landschaftsformen déi haut op der Äerduewerfläch existéieren, zesumme mat Klassifikatioun, Eegenheeten, Beschreiwung, Ursprong, Entwécklung an den Zesummenhang vun de geologesche Strukturen.

D'Hydrologie ass d'Wëssenschaft vum Waasser, vu sengen Eegenschaften a senge Formen op an ënner der Landuewerfläch.

D'Pedologie ass d'Wëssenschaft, déi sech mam Entstoen, der Entwécklung, de Bestanddeeler an enger Klassifizéierung vum Buedem befaasst. Biedem entstinn duerch physikalesch a cheemesch Verwitterung vu festem Gestengs.

Deelgebidder sinn:
Kulturgeographie, Verkéiersgeographie, Sozialgeographie, Bevëlkerungsgeographie an Ekonomiegeographie.

D'Geoinformatik setzt sech mam Wiesen an der Funktioun vun der Geoinformatioun, mat hirer Bereetstellung a Form vu Geodaten a mat deenen dorop opbauenden Uwennungen auserneen. Déi dobäi gewonnen Erkenntnesser endegen an der Technologie vun de GEO-Informatiounssystemer.

D'Geologie ënnersicht den Opbau vun der Äerd, virun allem d'Gestengs an der Äerdkuuscht. De wichtegste Prinzip vun der Geologie ass den Aktualismus. Am Ufank vun de 60er Joren huet d'Wëssenschaft e risege Fortschrëtt duerch d'Akzeptéiere vun der Theorie vun der Plattentektonik. D'Schwësterwëssenschafte vun der Geologie sinn d'Paleontologie an déi historesch Geologie. En Deel vun der Geologie ass d'Stratigraphie, déi versicht d'Gestengs chronologesch nom Alter anzedeelen (geologesch Zäitskala). Jee nodeem wéi eng Kennzeechen e Gestengs huet, ënnerscheet een===
d'Fossil- oder Biostratigraphie, Lithostratigraphie, Magnetostratigraphie an d'Sequenzstratigraphie.

D'Geophysik ass eng Spart vun der Physik an hëlt physikalesch Prinzipie fir d'Erfuerschung vun der Äerd. Deelberäicher vun der Geophysik sinn d'Seismik, d'Seismologie, d'Gravimetrie, d'Geoelektrik, d'Geothermik (versicht d'Hëtzt aus der Äerd als Energieressource auszenotzen ), d'Isotopengeophysik, d'Geomagnetik an d'Buerlachgeophysik.

D'Geotechnik ass en Haaptbegrëff fir d'Disziplinnen am Bauingenieurswiesen, déi sech mat der Grënnung vu Bauwierker am Ënnergrond befaassen.

D'Ingenieurgeologie ass deen Deel vun der Geologie deen d'geologesch Verhältnesser am Sënn vum Bauingenieurswiesen ënnersicht. Si befaasst sech z. B. mat der Standfestegkeet vum Ënnergrond vu Bauwierker an och mat der Äerbiewesécherheet. Si spillt och eng Roll bei der Entsuergung an der Vermeidung vun Ëmweltschied.

D'Kartographie ass d'Wëssenschaft, Konscht an Technik vun der Erstellung vu geographesche Kaarte fir d'Duerstellung vun der Äerduewerfläch mat all hiren topographeschen, siidlungsgeographeschen, territorialen, infrastrukturellen, sozialen, politeschen, historeschen, geologeschen, tektoneschen an all aner Aspekter.

D'Kristallographie ass eng Materialwëssenschaft a beschäftegt sech mat de physikaleschen Eegenschafte vu Kristaller.

D'Limnologie erfuerscht d'Struktur an de Stoff- an Energiehaushalt vun de Bannegewässer als Ekosystem.

D'Meteorologie ass d'Wëssenschaft vun den atmosphäresche Phenomener.

D'Mineralogie beschäftegt sech mat der Zesummesetzung an der Klassifikatioun vun de Mineraler, wou se hierkommen a mat hirer technescher an wirtschaftlecher Verwennung.

D'Ozeanographie ënnersicht d'Stoff- an d'Energiekreesleef an de Weltmierer. D'Planktologie ass eng Verbindung zur Biologie.

D'Paleoklimatologie versicht unhand vu verschiddenen Daten aus Klimaarchiven déi ënnerschiddlech klimatesch Verhältnesser an der Vergaangenheet ze klären an aus de Réckschlëss, Previsioune fir déi klimatesch Zukunft ze maachen.

D'Paleontologie ass d'Wëssenschaft déi sech mat de Planzen (Paleobotanik) an Déieren (Paleozoologie) aus der Virzäit beschäftegt. Quellematerial fir d'Paleontologe sinn d'Fossilien.

D'Petrologie und d'Petrographie sinn Disziplinnen, déi fest Gestengs ënnersichen. D'Petrographie huet d'Roll fir se ze beschreiwen. Wéinst den Ënnerscheeder beim Entstoe vum Gestengs kann d'Petrologie an dräi Ënnergebidder gedeelt ginn===
magmatesch Gestengs, metamorpht Gestengs a Sedimentgestengs.

D'Petrophysik befaasst sech mat der Bestëmmung vu physikaleschen Eegenschafte vu Gestengsprouwen. Si huet eng besonnesch Bedeitung bei der Bewäertung vu Gestengs fir Pëtrol an Äerdgas.

D'Tektonik befaasst sech mam aktuelle Opbau vun der Äerdkuuscht a mat hire Beweegungen a Stäerkten.

D'Wëssenschaft vun der Vulkanologie ëmfaasst déi vulkanesch Phenomener op der Äerd.




#Article 402: Monolith (128 words)


De Begrëff Monolith (griich. mono - eenzel~ a lithos - Steen) heescht souvill wéi Eesteen. Bezeechent ginn domat gréisser Natursteng, wéi z. B. den Ayers Rock (Uluru) an Australien oder soss Objeten, déi aus engem Stéck bestinn.

A bestëmmte Reliounen a Kulturen hu monolithesch Steng dacks eng reliéis oder kultesch Bedeitung.

Déi dräi gréissten natierlech Monolithe sinn: 

An der anticker Konscht ginn och déi Statuen, déi aus engem Stee gehae sinn, monolithesch genannt.

Am iwwerdroene Sënn gëtt als monolithesch bezeechent, wat wéi aus engem Goss, also net zesummegesat oder aus verschiddene Stécker ass.

An der Ekonomie kennt een och de Begrëff monolithesch. D'Wirtschaftsstruktur ass monolithesch, wa s'op een eenzege Wirtschaftssecteur opgebaut ass. Dat war de Fall fir Lëtzebuerg, soulaang wéi d'Land bal ausschliisslech vun de Schmelzen ofgehaangen huet.




#Article 403: Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (178 words)


DChrëschtlech-Sozial Vollekspartei (kuerz: CSV) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.

Am Dezember 1944, no der Liberatioun vu Lëtzebuerg, huet sech déi fréier konservativ Rietspartei nei constituéiert an a Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) ëmbenannt. Dofir gëllt dacks als hire Grënnungsdatum dee vun der Rietspartei: de 16. Januar 1914.
Bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 krut d'CSV 25 vun 51 Sëtz.

Bis 1974 war d'CSV an engem Stéck, a Koalitioun meeschtens mat der DP, mä och alt mat der LSAP, an der Regierung. 1974 bis 1979 war se eng éischt Kéier an der Oppositioun. Duerno war se nees 34 Joer den Haapt-Koalitiounspartner an de sukzessive Regierunge mat haaptsächlech der LSAP, 1979-1984 an 1999-2004 och der DP, als Partner. No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 koum et fir d'zweet nom Zweete Weltkrich zu enger Koalitioun ouni d'CSV.

Eegenen Aussoen no huet d'CSV 10.303 Memberen (Stand 30/09/2014), dovu sinn 3.653 Fraen (35,5 %) a 6.650 Männer (64,5 %). 9 % vun de Membere hu bis 33 Joer, 54,5% sinn tëscht 33 a 65 Joer al, a 36,5 % hunn iwwer 65 Joer.




#Article 404: Orakel vun Delphi (2163 words)


DOrakel vun Delphi, bei der griichescher Stad Delphi, zielt zu de bekanntsten Orakele vun der Antiquitéit.

Delphi läit an enger aarmer Regioun. Déi éischt Occupatioun um Golf vu Korinth kann ëm d'3. Joerdausend v. Chr. datéiert ginn. Géint 1400 ass de Site vum haitegen Orakel zwar net bewunnt, mä et fënnt ee Spuere vun engem virgeschichtlechen Hellegtum.

Ufanks gouf et zwee Hellegtümer fir weiblech Gottheeten, ee fir d'Gaia, d'Gëttin vun der Äerd, an ee fir d'Athena. De Kult vun der Gaia bleift bis an de Klasseschen Zäitalter bestoen, wärend d'Athena op Marmaria plënnert.

Déi geschichtlech Haaptquell fir Delphi ass de griichesche Geograph Pausanias (2. Joerhonnert eiser Zäit). Hie kënnt aus Klengasien an huet d'ganz griichesch Welt bereest a beschriwwen, an domat wäertvoll geschichtlech Notizen hannerlooss.

Géint 1000 v. Chr. fält d'mykenesch Zivilisatioun zesummen an d'Dorer kommen a Griicheland. Dat féiert och zu engem Changement zu Delphi. Nodeem d'Hellegtum fir eng Zäit verlooss ass, gëtt et vum 9. Joerhonnert v. Chr. un nees occupéiert.

Allerdéngs gëtt et do e Changement an der Hierarchie. An D'Plaz vun der Gëttin Gaia kënnt e jonke Gott an d'Hellegtum a schéckt d'Gaia op d'zweet Plaz. Dat ass den Apollo. Hien iwwerhëlt och d'Orakel. Déi aner Gottheete bleiwen zwar weiderhi bestoen, mä ouni Orakel. Och dPythia bleift weiderhin op senger Plaz, quitt datt si elo en anere Gott befroe muss.

Trotzdeem sinn d'Ufäng vum Apollo-Kult relativ bescheiden.

An der zweeter Hallschent vum 7. Joerhonnert v. Chr. fänkt d'Hellegtum un, strukturéiert ze ginn. Delphi ass zu där Zäit schonn zimmlech räich a kritt vill Afferen, zum Beispill de Schaz vun de Korinther. Mä och d'Awunner vun Argos bréngen hir Schätz op Delphi. De lydesche Kinnek Krösus stellt e gëllene Léiw dohin.

Am Zentrum steet en Tempel dee vum Apollo selwer gebaut ginn ass. An der Homerescher Hymn un den Apollo geet am Vers 294 vun engem Tempel vun Delphi riets. 
Dësen Tempel ass aus Stee vu Korinth an den Architekt war de Böotier Trophonios. Dësen Tempel brennt allerdéngs néier am Joer 548. Also gëtt beschloss, den Tempel nees opzebauen, wat laut dem Herodot (Buch II, 120) 300 Talenter kascht. D'Stad Delphi selwer, mä och Auslänner droen zur Rekonstruktioun bäi. De Pharao Amasis II. gëtt dem Hellegtum zum Beispill 1000 Talenter. D'Rekonstruktiounsarbechten dauere vu 525 bis 510 a si relativ opwänneg.

Dës Rekonstruktioun gëtt vun der grousser aristokratescher Famill vun den Alkmeoniden geleet.

Den Tempel vun den Alkmeoniden besteet aus dräi Deeler, déi vu Kolonnen ëmgi sinn. Am proanos fanne sech d'Schenkungen an eng luxuriéis Dekoratioun. Den zweeten Deel, de naos huet eng Dekoratioun aus Gold an Elfebeen. Den adyton gëtt duerch eng Mauer vum naos ofgetrennt. Leider kann d'Archeologie keng Beweiser fir d'Existenz vum adyton liwweren, well nëmmen nach d'Fondatioune stinn.

Et gouf och vill iwwer e Lach am Buedem dikutéiert, duerch dat de pneuma, den Otem vum Apollo, erauskomm wier. Laang Zäit blouf d'Thes bestoen, datt et sech dobäi ëm vulkanesch Dämp gehandelt hätt. Allerdéngs huet d'Geologie bewisen, datt dëst zu Delphi definitiv net de Fall ass.

Nieft de genannte Raim schwätzt den antike Schrëftsteller Plutarch a sengem De defectu oracularum och vun engem sougenannten oikos, engem Raum an deem sech d'Konsultanten opgehalen hunn.

Ganz wichteg fir all Orakel ass d'Quell. An dësem Fall handelt et sech ëm d'sougenannte Kastalesch Quell, déi ënner der Protektioun vun de Muse steet.

Bis zum 3. Joerhonnert v. Chr. ginn d'Paschtéier vun Delphi net ernimmt. Déi éischt Dokumenter déi eis vun hinnen erzielen, sinn Akte vun der Fräiloossung vu Sklaven.

Et waren ëmmer zwee Paschtéier gläichzäiteg, an et gëtt ugeholl datt si op Liewenszäit ernannt goufen, respektiv fir eng ganz laang Zäit am Amt waren. Aus Héiflechkeet ass deen eelste Paschtouer ëmmer virgaangen. E berüümte Paschtouer vun Delphi war de Plutarch.

Froen, déi bis haut onbeäntwert sinn, sinn op d'Paschtéier vun Ufank un op Liewenszäit ernannt goufen, a wa jo, op dat eventuell un de Problemer vum Rekrutement geleeën huet.

D'Paschtéier ware fir d'Zeremonien zu Éiere vun de Gëtter zoustänneg mä si hunn d'Orakel selwer net konsultéiert, dofir gouf et spezialiséiert Personal.

D'Prophéite sinn déi, déi amplaz vun der Gottheet an där hirem Num geschwat hunn, an ënner dem Afloss vun där Gottheet stoungen. D'Prophéite waren eigentlech Fonctionnaire vum Tempel, déi opgepasst hunn, datt alles riicht leeft.

Ënnerstëtzt goufen d'Prophéite vun de sougenannten hosioi (hosios = helleg). Dës Persoune waren helleg duerch hir Funktioun an hu geheim Zeremonien ofgehalen, virun allem beim Graf vum Dionysos. Dhosioi goufen a spezifesche Famillje rekrutéiert, zu Delphi an der Famill vum Dencalion.

D'Pythia gouf ënner de Meedercher vun Delphi erausgesicht. Laut dem Euripides a sengem Wierk Ion gëtt et keng Limitt wat dëst Rekrutement betrëfft. De Plutarch erzielt eis, datt souguer en aarmt Baueremeedchen zur Pythia gewielt ka ginn.

D'Pythia huet am Hellegtum gelieft a gouf op Liewenszäit ernannt. Si huet missen hir Rengheet behalen an huet op engem Bett vu Lorbeerblieder geschlof. Et konnten nëmme Meedercher vun Delphi Pythia ginn, keng Auslänner.

Nieft dem uewe genannte Personal gëtt et och nach dmageiroi, zoustänneg fir d'Affer, an dgrapheis, d'Sekretären, déi d'Entwerte vun der Pythia opgeschriwwen hunn.

Ganz um Ufank konnt ee nëmmen eemol am Joer d'Orakel besiche goen. Zur Zäit vum Plutarch gouf et Konsultatioune pro Mount, souguer wann den Apollo bei den Hyperboreaner war. D'Orakel konnt un allen Deeg konsultéiert ginn, déi net als schlecht gegollt hunn, an den Alexander de Groussen huet souguer déi Deeg gemaach.

Fir ze kucken, ob et e gudden oder e schlechten Dag war, gouf eng Geess als Affer geholl. Wa si geziddert huet, war et e gudden Dag an de Gott gewëllt z'äntwerten.

D'Konsultatioun war genee gereegelt. Zwou Haaptreegele waren datt d'Griiche virun de Barbare kommen, an d'Awunner vun Delphi virun allen anere Griichen. No den Awunner vun Delphi koumen aus Éischt d'Leit aus der Amphictyonie drun. Déi aner griichesch Stadtstaate ware geographesch regroupéiert, mä dës Andeelung konnt geännert ginn, jee no Wichtegkeet vun enger Stad zu enger bestëmmter Zäit. Am 4. Joerhonnert v. Chr. duerften zum Beispill d'Awunner vun Theben direkt no den Awunner vun Delphi d'Orakel konsultéieren, dëst wéinst der Hegemonie vun Theben.

Fir ze kucken, ob den Dag gënschteg fir eng Konsultatioun ass, hunn d'Konsultanten nom éischten Affer missen e Kuch offréieren, de pélanos. Dëse Kuch gouf awer séier duerch Suen ersat. Den Tarif houng vum Typ vun der Konsultatioun of. Fir eng Stad war et méi deier wéi fir en eenzele Konsultant. D'klengasiatesch Stad Phaselis huet zum Beispill misse 7 Drachmen an 2 Obolen fir eng Konsultatioun bezuelen. Dës Zomm gouf un d'Stad Delphi bezuelt, a war ëmmer obligatoresch.

Beim Affer gouf ëmmer en Deel vum Affer ewechgeholl, meeschtens war dëst d'Haut, deen da weiderverkaf gouf. Des Afferzeremonien hu fir Delphi eng wichteg Quell vu Sue gespillt.

D'Konsultatioun konnt als Grupp oder als Eenzelpersoun duerchgefouert ginn. Op d'Fraen och e Recht op d'Konsultatioun vum Orakel haten, geet aus de literaresche Sourcen net kloer ervir. De Plutarch erzielt eis nëmmen, datt keng Frae bei der Afferzeremonie erlaabt sinn.

Virun all Konsultatioun rengegt sech d'Pythia un der Quell, déi ausserdeem hir Fäegkeet, d'Orakel ze befroë verstäerke soll. Si ass einfach ugedo an dréit d'Hoer lass. D'Pythia kënnt zesumme mat de Paschtéier an den hosioi an d'Hellegtum a verbrennt um Altor vun der Hestia Lorberblieder. Ausserdeem bréngt och si en Affer, an zwar street si e bësse Miel op den Altor. Duerno sëtzt si sech an den adyton.

Obwuel eis méi wéi 615 Orakelkonsultatioune bekannt sinn, wësse mer net genee wéi dëst Orakel de Message iwwerdroen huet. Hunn d'Konsultanten d'Pythia gesinn ? Et kann een unhuelen datt d'Pythia verstoppt bliwwen ass, well d'Konsultante sech am oikos opgehalen hunn, engem Raum deen ofgetrennt vum adyton war. Dës Oftrennung war no griicheschem Denke ganz normal. D'Griichen, sou frou se och mat hire Gëtter waren, haten dach Angscht virum direkte Kontakt mat enger Gottheet. D'Mënsche sollen net aus hirer Sphär erausgoen, well soss kënnt et zur hybris an et ass allgemeng allzegudd bekannt, wat dem Ikarus geschitt ass, wéi e méi wollt.

Eng weider Fro déi sech stellt ass wéi der Pythia d'Fro gestallt gouf. Laut dem Herodot gouf d'Fro einfach geruff. Den Aristophanes erzielt eis vu klengen Tafele wou d'Fro dropgeschriwwe war.

Vill Fuerscher stelle sech natierlech och d'Fro iwwer den Zoustand vun der Pythia wärend der Befroung vum Orakel. De Platon beschreift den Zoustand vun der Pythia als mania, wat den Cicero mat furor iwwersetzt. Fir déi al Griiche bestoung op jiddwer Fall keen Zweiwel dodrun, datt d'Pythia vum pneuma, vum Otem vum Apollo, besiess war, wärend si geäntwert huet.

Laut dem Herodot gouf d'Äntwert vum Orakel a Verse ginn. De Strabon erzielt eis vun Äntwerten entweder a Versen, oder a Prosa. Op den Inskriptiounen déi fonnt goufen, stinn d'Entwerte vun der Pythia ëmmer a Prosa. Do stellt sech natierlech d'Fro, wéi gouf d'Äntwert dann elo ginn ?

Fir d'Theorie datt d'Pythia a Prosa geäntwert huet, schwätzt datt et jo keng spezifesch Critèrë beim Rekrutement vun der Pythia gouf, an dës jo ouni Weideres och konnt Analphabetin sinn. Anerersäits gouf dës Äntwert bei den Ale Griichen adein genannt, wat een entweder mat sangen iwwersetze kann, an de Gesang ass a Versform, oder mat äntwerten, an do stellt sech dann erëm de Problem. Et gëtt ugeholl datt béides stëmmt, jee no Situatioun. Vun 100 Froen, déi dem Orakel gestallt goufen, waren der 90 vun enger sou enger Banalitéit, datt d'Pythia warscheinlech a fäerdege Verse geäntwert huet, well Verse méi einfach ze verhale sinn. Bei méi komplizéierte Froen, kann een duerchaus unhuelen datt d'Äntwert a Prosaform war, an duerno a Versen ëmgeschriwwe gouf, well dat d'Äntwert méi schéi mécht.

Eng bestëmmte Kategorie Äntwerte sinn dIoxias, dat sinn déi Äntwerten, déi eréischt e Sënn erginn, nodeem en Evenement geschitt ass.

Ronderëm d'Orakel selwer gouf et eng Rei vu Festivitéiten.

D'Enneaeteriden goufen all aacht Joer zelebréiert. Den 8-Jores-Zyklus huet mat engem magesche Moment iwwerenee gestëmmt. All 8 Joer waren d'Stären erëm op der selwechter Plaz ukomm wéi se sech 8 Joer virdrun um Himmel presentéiert hunn. Dobäi muss ee bemierken datt d'Griichen nom Moundkalenner gefuer sinn.

Dës Enneaeteride sinn an dräi grouss Fester zu Delphi opgedeelt. De Septerion oder Stepterion ass laut engem byzantinesche Lexikograph e Fest fir sech ze rengegen. Ausserdeem gëtt et e mystescht Fest fir d'Semele, eng zimmlech al Gottheet. Beim Fest vun der Charila gëtt Iessen un d'Bevëlkerung vun Delphi ausgedeelt, an d'Gaia gëtt opgeruff, sech ëm hir Kanner, d'Mënschen, ze këmmeren.

DPythias ass wuel dat festlechst Ereegnes zu Delphi. Et gëtt am 3. Joer vun all Olympiad gefeiert fir den Doud vun der Schlaang Python ze feieren. Nom Éischten Hellege Krich gëtt et definitiv dräi Haaptconcoursen: Musek, Gymnastik a Wagenrennen. Eng Spezifizitéit vun Delphi ass, datt d'Musek ëmmer un éischter Plaz steet, wat natierlech dodru läit, datt d'Orakel dem Apollo gewidmet ass.

Zu der Penteaterid zielen och dPythaiden, déi de mythesche Wee vum Theseus vun Attika bis Delphi feieren. Lass geet et ëmmer bei der Tetrapol vu Marathon. Am Joer 97 kënnt et zu der leschter Pythaid. Am 1. Joerhonnert v. Chr. ass Athen komplett ruinéiert.

No dem Plutarch gehéiert Delphi net manner dem Dionysos wéi dem Apollo. Am adyton steet dann och d'Graf vum Dionysos. Dës Gottheet geet op d'2. Joerdausend v. Chr. zréck an ass eng Gottheet déi stierft an erëm obersteet. Am Géigesaz zum Apollo deen am Wanter d'Hellegtum verléisst, fir bei d'Hyperboreaner ze goen, bleift den Dionysos ëmmer zu Delphi. Hien ass och e prophetesche Gott, an an Thrakien gëtt et och Orakele vum Dionysos. D'Archeologie liwwert eis Beweiser fir en Dionysos-Kult zu Delphi, mä leider eréischt ab dem 4. Joerhonnert v. Chr. obschonn eeler Texter eis vun dëser Presenz erzielen. Zu Delphi ass d'Haapthellegtum vum Dionysos den Theater. D'Fest, dTriédéride, feiert den Doud an d'Obersteeë vum Dionysos, a gëtt all zwee Joer zelebréiert.

D'Nymphe si Gottheete vun der Natur a vum Uebst. Si hunn den Apollo ugefeiert bei sengem Kampf mat der Schlaang Python. Et gëtt verschidde Kategorië vun Nymphen. Sou hunn dThries, Duechtere vum Zeus, dem Apollo d'Divinatioun bäibruecht. Beie-Nymphe wunnen um Fouss vum Bierg Parnass.

Nieft den Nymphe waren d'Muse wichteg fir d'Orakel vum Apollo zu Delphi. Hinne huet d'Quell nieft dem Orakel gehéiert.

No dem Diodor vu Sizilien gouf et en Artemis-Tempel zu Delphi, mä onkloer ass, op deen Tempel nach mat enger anerer Gottheet gedeelt gouf, oder nëmme fir d'Artemis gebaut ginn ass. Am Fall wou den Tempel gedeelt gouf, kann een zimmlech sécher dovun ausgoen, datt déi aner Hallschent da vun der Athena besat gouf, wéi dat meeschtens de Fall war.

D'Artemis ass d'Zwillingsschwëster vum Apollo an d'Duechter vun der Leto. Zu Delphi gouf et och e Fest zu Éiere vun der Artemis, fir datt d'Fraë schéi Kanner op d'Welt bréngen.

Am Tempel vum Apollo gëtt et eng Plaz déi dem Poseidon firbehalen ass. Et gëtt ugeholl datt de Kult scho virum Apollo zu Delphi existéiert huet, an och duerch dësen net eliminéiert gouf.

Den Zeus. Am Tempel vum Apollo steet eng Statu vum Papp vun de Gëtter, d'Statu vum Zeus Moiragétes, deen deen d'Schicksal vun de Mënsche leet.




#Article 405: Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (473 words)


DLëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (kuerz: LSAP) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.

Déi éischt Virgängerpartei vun der haiteger LSAP, dSozialdemokratesch Partei, ass 1902 gegrënnt ginn.

Déi schlecht Aarbechtsbedingunge vun den Aarbechter, Hongersnout an de Präiswucher am Éischte Weltkrich hunn d'Grënnung vum Bierg- an Hütteverbond acceleréiert an 1917 war den éischte grousse Streik vun der Aarbechterbeweegung. D'Allianz mat de Liberalen, (de sougenannte Lénksblock) ass nom Schoulgesetz vun 1912 zerbrach. 1916 ass aus de Sozialdemokraten dSozialistesch Partei ginn, déi d'Republik verlaangt an d'allgemengt Walrecht gefuerdert hunn. 1924 huet si sech nees ëmbenannt an ass zur Lëtzebuerger Aarbechterpartei ginn.

D'Sozialistesch Beweegung gouf zur Aarbechter-Partei, déi vu verschiddene Gewerkschaften a Genossenschaften ënnerstëtzt gouf. Bis zum Zweete Weltkrich konnt d'Partei eng sëllege Succèse feieren: permanent ass se gewuess, d'Gewerkschafte goufen unerkannt, Kollektivverträg goufe reglementéiert an dMaulkuerfgesetz gouf verhënnert.

Onzefridde Membere vun der LSAP hire Virgängerparteien hunn ëm 1904 d'Sozialdemokratesch Aarbechterpartei an 1921 d'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg gegrënnt.

Bei den éischte Walen nom Krich am Oktober 1945 huet d'Aarbechterpartei missen eng schwéier Nidderlag abéissen. 1947 huet déi an LSAP ëmgedeefte Partei hiren Neesopbau ugefaangen an hir ass de Spronk an d'Regierungskoalitioun gelongen (1951-1959 an der Regierung Dupong-Bodson a Bech-Bodson an 1964-1968 an der Regierung Werner-Cravatte).

D'Diskussiounen iwwer d'Ausriichtung vun der Partei huet d'LSAP op en Neits gespléckt. 1970 hu 6 Deputéierten d'Partei verlooss an de Gros vun der Parteispëtzt ass ausgetrueden an huet déi Sozialdemokratesch Partei (SdP) gegrënnt.

Allerdéngs konnt d'LSAP sech nees 1974 opfänken an huet mat der DP an der Mëtt-Lénks-Koalitioun (Regierung Thorn-Vouel-Berg) wichteg sozial Reformen duerchgesat: Reform vun der Justiz (ë. a. d'Humaniséierung vum Strofvollzuch), d'Aféiere vun enger 5. Woch Congé, d'Verallgemengerung vun der 40-Stonnewoch, d'Aféiere vum Lounindex, Reform vum Chômage asw. Dëst huet awer d'Nidderlag vun 1979 net kënne verhënneren. Wärend dëser Legislatur huet d'LSAP hire berüümten Energiekongress ofgehalen an huet de Moratoire un der Atomzentral vu Remerschen decidéiert. Dëst war den definitiven Aus vum Projet.

An der Koalitioun mat der CSV (1984-1989, Regierung Santer-Poos I) ass et gelongen, eng déif Ëmstrukturéierung vun der Stolindustrie ze vollzéien an den RMG gouf agefouert. Dës Koalitioun ass zweemol bis 1999 widderholl ginn: d'Regierunge Santer-Poos II an III an d'Juncker-Poos). An dëser laanger Period goufen d'Pensiounskeesen, d'Krankeversécherung an d'Steiere reforméiert, grad wéi d'Maastricht-Ofkommes ënnerschriwwe gouf.

D'LSAP ass dunn eng Legislatur (1999-2004) an d'Oppositioun geschéckt ginn a konnt sech duerch e liicht bessert Resultat bei de Chamberwalen 2004 nees als déi zweetstäerkst Partei am Land behaapten. Si gouf dunn och 2004 an 2009, Koalitiounspartner vun der CSV an de Regierunge Juncker-Asselborn I an II.

No de virzäitegen Neiwale vum 20. Oktober 2013 huet d'LSAP sech mat der DP an deene Gréngen op eng Koalitioun gëeenegt, déi de 4. Dezember 2013 als Regierung Bettel-Schneider vereedegt gouf. D'Resultat vun de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet et erméiglecht, dës Koalitioun, a Form vun der Regierung Bettel-Schneider-Braz, vum 5. Dezember 2018 u virun ze féieren.




#Article 406: Déi Gréng (876 words)


Déi Gréng, dacks stiliséiert als déi gréng, sinn eng gréng lëtzebuergesch politesch Partei, déi den 23. Juni 1983 gegrënnt gouf. Zanter dem 4. November 2013 ass si fir d'éischt an enger Regierungskoalitioun vertrueden.

De Kongress ass dat héchst Organ vun der grénger Partei; e leet grondleeënd Strategien an d'Haaptlinn vun der Partei fest. All zwee Joer wielt de Kongress, deen aus alle Membere vun déi Gréng besteet, déi leedend Organer. Dozou gehéieren zwéi Presidenten op paritärer Basis, en Exekutivkommitee, en Tresorier, e statutarescht Kontrollorgan an den Exekutivrot, deen de Kongress vertrëtt. Mat zu de leedenden Oranger gehéiert och de Parteibüro, an deem och déi jonk gréng an de Gemengerot vertruede sinn.

Déi Gréng goufen, wéi déi meescht europäesch gréng Parteien, aus der Anti-AKW- a Friddensbewegung gebuer. Mënschen déi géint déi geplangt Atomzentral zu Remerschen a géint d'erneit Oprëschten duerch d'Nato-Bündnis an de Warschauer Pakt waren, hu sech 1983 zu der Gréng Alternativ Partei (GAP) zesummefonnt.

Déi éischt Membere vun Déi Gréng koumen doriwwer eraus och aus Naturschutz-, chrëschtlechen a feministesche Beweegungen, souwéi Drëtt-Welt-Vereenegungen. Och enttäuscht Politiker aus der LSAP (wéi de Jean Huss) oder aus lénksextreme Gruppéierungen hu sech der grénger Beweegung ugeschloss.
Donieft gouf et awer och eng méi liberal ausgeriicht Grupp ronderëm de Jup Weber, déi de Fokus haaptsächlech op den Natur- an Ëmweltschutz leeë wollt.

Déi Gréng sinn 1984 fir d'éischt bei de Chamberwalen ugetrueden a mat 2 Sëtz an d'Chamber gewielt ginn. 1985 huet sech d'Partei wéinst Meenungsverschiddenheeten an 2 gedeelt, an d'GLEI (Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ, mam Jup Weber un der Spëtzt) an an d'GAP (Gréng Alternativ Partei).

Dofir si si bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 och eenzel ugetrueden an hu jeeweils 2 Sëtz kritt. Zanter 1994 si béid Lëschten erëm zesummen ugetrueden an d'Partei krut an deem Joer mat bal 11 % vun alle Stëmme 5 Sëtz a gouf domat déi véiertstäerkst Partei am Lëtzebuerger Parlament.

Bei den 2004er Walen koumen Déi Gréng op e Resultat vun 11,58 %. Domat konnte se hir Bedeelegung am Parlament op 7 Sëtz ausbauen a goufe sou och déi éischt Kéier zu engem méigleche Koalitiounspartner fir eng Regierungsbedeelegung.

Dësen Erfolleg huet sech och bei de Wale fir d'Europaparlament gewisen, wou Déi Gréng zanter 1994 ee vun de sechs lëtzebuergesche Sëtz hunn. 2004 koumen Déi Gréng op e Resultat vu 15,02 %, wat se zu der drëttstäerkster lëtzebuergescher Partei am Europaparlament gemaach huet. Bei de Wale vun 2009 koume se op 16,8 %, e Resultat dat déi lëtzebuergesch gréng Partei zur prozentual stäerkster grénger Partei an Europa gemaach huet.

Bei de virgezunne Chamberwale vum 20. Oktober 2013 hunn Déi Gréng ronn 1,6 Prozent verluer an hu mat 10,13% fir d'éischt zanter hirer Grënnung vu virun 30 Joer och e Sëtz verluer. An der Legislaturperiod 2013-2018 waren Déi Gréng mat 6 Deputéiert am Lëtzebuerger Parlament vertrueden. Als Folleg vun deene Wale ware si vum Dezember 2013 bis Oktober 2018 eng éischt Kéier an enger Regierung vertrueden, der Regierung Bettel-Schneider; 4 gewielt Deputéiert goufe Minister, resp. Staatssekretär.

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 kruten Déi Gréng landeswäit 15,12 % vun de Stëmmen a konnten d'Zuel vun hire Mandater vu 6 op 9 ëm d'Hallschecht vergréisseren. Si sinn zanterhier an der Regierung Bettel-Schneider-Braz mat 5 Ministere vertrueden.

Ënner den Theemen déi Déi Gréng als Piliere vun hirer Politik ugesinn, huet d'Fuerderung no enger nohalteger Entwécklung eng besonnesch Positioun. Awer och aner Theme wéi eng ekologesch Steierreform, erneierbar Energien an Energieeffizienz, eng Reform vum Sozialstaat a vun de Pensioune si fir Déi Gréng wichteg Theemen.

Ëmmer méi wichteg ginn och Theme wéi d'Fraerechter an d'Biergerrechter. Virun allem zu Lëtzebuerg ginn de Sujete wéi d'Integratioun an d'Participatioun vun de Migranten ëmmer méi Bedeitung zougemooss.

Zu anere Politikberäicher vun Déi Gréng gehéieren ënner anerem:

Bei de Gemengewalen 2005 hunn déi gréng am Ganzen 41 Mandater gewonnen, an 2 Vertrieder an de Stater Schäfferot geschéckt.

Bei de Gemengewalen 2011 waren déi greng a vill méi Gemenge mat Kandidatinnen a Lëschte present a konnten hir Mandatszuel mat 82 méi wéi verduebelen. 18 gréng Politiker sëtzen als Schäffen an enger lokaler Koalitioun, zum Beispill an 3 vun de 4 gréisste Gemenge vum Land (Lëtzebuerg, Esch/Uelzecht an Déifferdeng), stellen zanterhier awer just 3 Buergermeeschteren: 

D'Tilly Metz an de Pierre Bormann waren 2011 net méi an hire Gemengen ugetrueden.

Déi gréng koumen de 4. Dezember 2013 fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg an d'Regierung, déi si zesumme mat der DP an der LSAP forméiert hunn. Et waren dat d'Ministere Carole Dieschbourg (Ëmwelt), de François Bausch (Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur) an de Félix Braz (Justiz). Donieft war de Camille Gira Staatssekretär (hie gouf no sengem stënterlechen Doud am Juni 2018 vum Claude Turmes ersat).

De 5. Dezember 2018 gouf dës Dräier-Koalitioun (och Gambia II) genannt, virugefouert. Déi Gréng sinn dodra mat 5 Ministere vertrueden, nämlech dem Félix Braz (Vize-Premier a Justiz), dem François Bausch (Transport, Infrastrukturen, bannenzeg Sécherheet an Arméi), der Carole Dieschbourg (Nohalteg Entwécklung, Ëmwelt a Klima), dem Claude Turmes (Landesplanung an Energie) an der Sam Tanson (Wunnéngsbau a Kultur).

Nodeems de Félix Braz 2019 e schwéieren Häerzinfarkt hat an dowéinst seng Ministeschplaz opginn huet, krut d'Kultur- a Logementsministesch Sam Tanson d'Plaz als Justizministesch. De Portefeuille vum Logementsminister krut den Deputéierten a fréiere Buergermeeschter vu Réimech, Henri Kox. De François Bausch gouf neie Vizepremier.




#Article 407: François Biltgen (224 words)


De François Biltgen, gebuer den 28. September 1958 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker. Hien ass zënter dem 7. Oktober 2013 Riichter m Europäesche Geriichtshaff.

De François Biltgen huet zu Paräis Droit studéiert. No enger Maîtrise, engem DEA, an engem Diplom vum IEP, 1983, huet hien als Sekretär vun der Chambersfractioun vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei (CSV) geschafft.

Den 18. Januar 2003 gouf hien zum President vun der CSV gewielt, wat hie bis de 14. November 2009 blouf.

An der Regierung Juncker-Polfer vun 1999 bis 2004 war de François Biltge Minister fir Aarbecht, Bezéiunge mam Parlament a Kultus an Delegéierte Minister fir Kommunikatioun. Tëscht 2004 an 2009 war en op en Neits Minister fir Aarbecht, Bezéiunge mam Parlament a Kultus, an zousätzlech Minister fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung an der Regierung Juncker-Asselborn I.

An der Regierung Juncker-Asselborn II, déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, war hie bis den 29, Abrëll 2013 Minister fir Justiz, Kommunikatioun a Medien, Recherche an Héichschoul, d'Fonction publique an de Kultus. Hien hat den 11. Abrëll 2013 an der Chamber bekannt gemaach, hie géif seng Demissioun areeche fir kënne Kandidat fir de Lëtzebuerger Riichterposten um Europäesche Geriichtshaff ze ginn.

De François Biltgen ass bestuet a Papp vun 2 Kanner. Hien ass de Brudder vum Raoul Biltgen. Säin Urgrousspapp war de lëtzebuergesche Musekspedagog, Komponist an Organist Laurent Menager.




#Article 408: Jeannot Krecké (338 words)


De Jeannot Krecké, gebuer de 26. Abrëll 1950 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Politiker, Manager a Foussballspiller.

De Jeannot Krecké huet op der ULB zu Bréissel studéiert a gouf duerno Sportsprofesser.

Vun 1981 bis 1987 war hie Gemengerot zu Koplescht. Duerno ass en an d'Stad geplënnert an huet sech do an der Gemengepolitik engagéiert; 1989 gouf en op der LSAP-Lëscht fir d'éischt do an de Gemengerot gewielt.

Tëscht 1985 an 1997 war hie Member vum Direktiounscomité vun der LSAP, a vun 1985 bis 1994 och Tresorier.

 
Tëscht 2004 an 2009 war de Jeannot Krecké Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel a Minister fir Sport an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II, déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, war hie bis den 31. Januar 2012 Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel a Minister fir Energie. No sengem Récktrëtt vun där Plaz, aus perséinleche Grënn, huet den Etienne Schneider déi Funktioun iwwerholl.

De Jeannot Krecké ass e begeeschterte Seegler a fréiere Foussballspiller. Tëscht dem 15. November 1970 am 26. Mee 1977 huet hien 18-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.

Als Foussballspiller, huet hien ënner anerem bei der Etzella a beim Progrès gespillt.

De Jeannot Krecké war 1987 Matgrënner an éischte President vun der A.s.b.l. Association Luxembourg Alzheimer. 1997 gouf hie President vun der Fondation Alzheimer.

No sengem Récktrëtt als Minister, Enn Januar 2012, huet hien de 27. Mäerz 2012 seng eege Firma Key International Strategy Services s.à r.l., eng Consulting-Firma, gegrënnt.

Den 30. Juni 2012 gouf hien an den Opsiichtsrot vu Sistema opgeholl, enger grousser russescher Firma, déi zu London op der Bourse notéiert ass. Hien ass weiderhin de Vertrieder vun der lëtzebuergescher Regierung am Opsiichtsrot vun ArcelorMittal.

De Jeannot Krecké ass President vun der East West United Bank a Verwaltungsrotmember vun der China Construction Bank Europe, Jan de Nul Group, Sofidra, Novenergia, Calzedonia Finanziaria an hie war Beroder bei Genii Capital.

Marco Meng, „Ich wollte im Leben auch noch anderes tun“, Interview mam Jeannot Krecké am Luxemburger Wort vum 29. November 2018, Säit 11




#Article 409: Discworld (915 words)


Discworld ass eng Serie vu méi wéi 30 Bicher vum Terry Pratchett déi op enger Fantasy-Welt spillen, déi Discworld heescht, op Lëtzebuergesch: Scheiwewelt.

Et ass eng Scheif, e bësse sou wéi sech d'Leit aus dem Mëttelalter d'Äerd virgestallt hunn. Dës Scheif gëtt vu véier Elefanten gedroen an déi stinn um Réck vun der gigantescher Risen-Deckelsmouk Great A'Tuin, déi gemittlech duerch de Weltraum schwëmmt.

Dës Welt huet seng ganz eegen Naturgesetzer, mä souguer déi ginn zimmlech dacks vun der Zauberkraaft gebéit déi op dëser Welt ëmmer present ass.

D'Iddi vun enger Deckelsmouk-dréit-Elefant-dréit-Welt ass eng Indo-Europäesch déi et ganz besonnesch am Hinduismus gëtt. Do heescht déi Deckelsmouk Chukwa. Zum Theema kann een och noliesen am The King and I an am Brewer's Dictionary of Phrase and Fable.

Zanter der éischter Geschicht, 1983 The Colour of Magic, ass se ëmmer méi bekannt ginn, a mëttlerweil gëtt et Theaterstécker, Musek a Comics déi vun dëser Welt inspiréiert gi sinn. Nei Bicher si reegelméisseg an de Bestseller-Lëschte vun der The Sunday Times, de Pratchett war an den Nonzeger Joren de meeschtverkaaften englesche Schrëftsteller, haaptsächlech wéinst sengen Discworld Bicher. An der Tëschenzäit ass hie vun der J.K. Rowling mat dem Harry Potter iwwerholl ginn. Discworld Bicher hunn och eng Rei Auszeechnunge kritt, wéi den Prometheus Award an d'Carnegie Medal. An der BBC hirem Big Read ware véier Discworld Bicher an den Top 100, am Ganze véierzéng an den Top 200.

Méi wéi 30 Bicher an e puer Kuerzgeschichte spillen an der Scheiwewelt. All Bicher vum Pratchett, op d'mannst déi englesch Editiounen, hu Schutzemschléi déi vum Josh Kirby (gestuerwen am Oktober 2001), gemoolt sinn. Zanter dem Doud vum Kirby huet den Artist Paul Kidby d'Bicherëmschléi gemaach.

Sou zimmlech all Discworld Bicher hu keng Kapitel-Andeelungen. Meeschtens sinn et verschidde Geschichten déi matenee verwuewen sinn. Dat lescht Buch aus der Serie Going Postal ass dat éischt mat engem Prolog an Epilog.
 
Vill vun de Figure kommen ëmmer erëm an de verschiddene Bicher vir an et kann een eng Evolutioun bei hinne gesinn. Vu datt verschidde Bicher och an der selwechter Stad spillen, kann et och virkommen datt eng Haaptfigur aus engem Buch, op eng Kéier eng Nieweroll an engem anere Buch spillt. Zu de Figure sief nach gesot, datt de Pratchett sech ëmmer vill Méi gëtt mat hiren Nimm, déi am Englesche ganz dacks eppes heeschen, wat de Charakter vun der Figur, physesch oder psychesch, beschreift. Sou heescht eng vun den Hexe Granny Weatherwax, wat op Lëtzebuergesch kéint heesche Bomi Wieder-Wues, a genee sou gesäit si och aus. Wann eng Hex Garlick (also Knuewelek) heescht, huet dat och säi Grond.

Déi ganz Geschichte kann een a verschidde Kategorien ënnerdeelen, wou zum Beispill Figuren an Theemen déi selwecht sinn:

Ganz dacks beschäftege sech Discworld-Bicher mat engem Theema dat aus dem Liewe gegraff ass. The last Continent spillt an Australien a sou munnech australesch Eegenaarten dauchen op. Hogfather ass eng Geschicht wou et em Chrëschtdag geet. The Truth hëlt déi ganz Neiegkeete-Medien op d'Schëpp a bei Monstrous Regiment sinn zwee Länner am Krich géinteneen, a kee weess firwat.

Discworld Bicher:

Et gëtt och véier Kuerzgeschichte vum Pratchett déi op der Scheiwewelt spillen: Theatre of Cruelty, Death and What Comes Next, Troll Bridge an The Sea and Little Fishes. Déi éischt zwou fënnt een (op Englesch) op dësem Internet Site . Déi drëtt ass am After The King: Stories in honour of J. R. R. Tolkien erauskomm, an déi véiert a Legends, vum Robert Silverberg.

Doriwwer eraus fënnt een all dës an nach aner Geschichten iwwer d'Scheiwewelt, zum Beispill d'Geschicht vum Thud an der Nationalhym vun Ankh-Morpork, an der Kollektioun vum Pratchett senge Kuerzgeschichten, Once More* *With Footnotes.

Bis elo gëtt et zwee Discworld QuizBicher, zesummegestallt vum David Langford:

Et gëtt véier Landkaarten:

Déi éischt zwou si vum Stephen Player gezeechent ginn, orientéiere sech u Pläng vum Pratchett a Stephen Briggs, déi drëtt ass eng Kollaboratioun tëscht dem Briggs an dem Kidby, déi lescht ass vum Paul Kidby. An dëse Landkaarten ass och jeeweils e klengen Textdeel, geschriwwe vum Pratchett a Briggs.

De Pratchett huet zesumme mat dem Ian Stewart an dem Jack Cohen dräi Bicher iwwer d'Wëssenschaft geschriwwen, als Hannergrond natierlech d'Scheiwewelt:

All Joer gëtt et och en Agenda Discworld Diary an e Kalenner.

Bis elo gëtt et néng Theaterstécker vun Discworld Bicher, iwweregens ginn déi Sue vun dësen Auteursrechter direkt un ONGe gespent. D'Adaptatioune si vum Stephen Briggs a si fir d'éischt vum Studio Theatre Club zu Abingdon, am Oxfordshire produzéiert ginn.
Zum Beispill wieren dat The Truth, Maskerade, Mort, Wyrd Sisters, a Guards! Guards!.
Dës Theaterstécker si mëttlerweil schonn op alle Kontinenter opgefouert ginn, anscheinend souguer schonn an der Antarktis.

Et gouf schonn e puer Versich Filmer ze dréien, mä déi sinn alleguer un de Käschte gescheitert. Snowgum Films, e Filmstudio an Australien soll awer elo d'Opname fir de Film Troll Bridge fäerdeg hunn.

Animatiounen gëtt et vu Soul Music a Wyrd Sisters, produzéert vu Cosgrove-Hall Productions fir Channel 4 am Joer 1996. Déi kritt een op DVD a VHS. De Soundtrack vu Soul Music gëtt et op CD.

Et gëtt eng sëllege BBC Radio Adaptatioune vu Scheiweweltgeschichten, zum Beispill vu Wyrd Sisters, Guards! Guards! (erzielt vum Martin Jarvis) a Mort.

Den Terry Pratchett huet zesumme mat dem Phil Masters zwee Rollespiller fir d'Scheiwewelt mat dem GURPS Spillsystem erausbruecht:

Een inoffizielle Supplement gëtt et online:

Discworld Computerspiller:

Et gëtt een Discworld Gesellschaftsspill, Thud, geschaf vum Trevor Truran.

Merchandise mam Theema Discworld gëtt et vum Stephen Briggs, Bernard Pearson a Clarecraft (ganz besonnesch flott Figuren).




#Article 410: Starfleet Academy (132 words)


DStarfleet Academy  (letz.: Stäreflotten Akademie, de.: Sternenflotten Akademie) ass d'Ausbildungsstätt fir nei Offizéier an der Stäreflott. Hiren Haaptsëtz ass zu San Francisco op der Äerd, wou se 2161 mam Motto Ex Astris, Scientia (wat souvill heescht wéi Vun de Stären, d'Wëssen!) gegrënnt gouf.

Jiddwer Bierger vun der Federatioun däerf sech vum 16. Liewensjoer un, an der Starfleet Academy aschreiwen. Als éischt muss allerdéngs en Opnameexame gemaach ginn, dee virun allem d'Allgemengwëssen, souwéi och d'Kentnesser an der Physik an an der Mathematik préift. 
D'Ausbildung dauert 4 Joer. Um Enn vun der Ausbildung, mussen déi Kadetten, déi am Kommandoberäich dénge wëllen, de Kobayashi Maru Test absolvéieren. Dat ass e simuléierte Kampfszenario op enger Bréck vun engem Raumschëff. An der Reegel kann een deen Zeenario net gewannen, et geet dobäi nëmmen ëm d'Verhale vum Kadett.




#Article 411: Pilzeräich (239 words)


DPilzer (lat. fungi) bilden an der biologescher Klassifikatioun, nieft dem Planzeräich, de Protisten an dem Déiereräich, eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten, de Liewewiese mat echtem Zellkär.

Zu de Pilzer ziele souwuel Eenzeller wéi d'Bakhief, wéi och Villzeller wéi d'Stännerpilzer, virun Allem déi iessbar si beim Mënsch beléift, an déi meeschtens onbeléift Schammelpilzer.

Pilzer multiplizéieren a verbreeden sech geschlechtlech an ongeschlechtlech duerch Sporen a vegetativ duerch Ausbreedung (eventuell mat Fragmentéieren) vun hire munnechmol immens laangliewege Myzelien oder Mykorrhizen. De gréissten Deel vun der Biomass vun de Pilzer ass am Buedem ze fannen.

De Gréisstespektrum vun de Pilzer reecht vu mikroskopesch klengen Aarte bis zu den liicht erkennbare Grousspilzer. D'Myzel vun enger Hallimaschaart (Armillaria ostoyae) aus dem Malheur National Forest (USA) ass mat enger Ausdehnung vun 8,8 km² an engem geschaten Alter vun 2.400 Joer eent vun den eelsten an dat gréisst Liewewiesen op der Äerd.

D'Wuert „Pilz“ staamt vum Alhéichdäitsche buliz, wat warscheinlech vum laténgesche bōlētus (griichesch βωλίτης = Champignon) ofgeleet gouf. Déi botanesche Bezeechnung fungi léisst sech op dat griichescht σφόγγοι (Plural) zréckféieren, a bezeechent ursprénglech Schwämm. Well Pilzer sech och mat Waasser vollsuckele wéi Schwämm, gouf de Begrëff am Laf vu senger Geschicht op si iwwerdroen.

D'Léier vun de Pilzer heescht Mykologie, ofgeleet vum griicheschen ὁ μύκης [mýkēs].

Zu Lëtzebuerg huet d'Studium vun de Pilzer eng laang Traditioun, déi hautdesdaags vum Groupe de recherche mycologique vun der Société des naturalistes luxembourgeois oprecht erhale gëtt. Haaptaktivitéite




#Article 412: Déiereräich (316 words)


Animalia, Déiereräich, ass eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten. D'Naturwëssenschaft vun den Déieren ass d'Zoologie.

Et gëtt iwwer 30 Stämm am Déiereräich an all Membere sinn Organismen déi méi Zellen hunn, keng Photosynthes bedreiwen, mä hir Energie mat der Nahrung ophuelen.

D'Déiereräich ëmfaasst net nëmmen d'Mamendéieren, mä och d'Reptiller, d'Vullen, d'Amphibien, d'Fësch an déi enorm Mass vun Déieren ouni Wierbel wéi d'Schwämm, d'Quallen, d'Kriibsen, d'Insekten an d'Séistären.

D'Zoologen hu bis elo schonn iwwer 1,5 Milliounen Déierenaarte beschriwwen, dovu sinn 90 % ouni Wierbel. D'Wësseschaftler ginn dovun aus datt et nach 15 Milliounen onentdeckt Aarte gëtt.

Well d'Déiere vill Kraaft fir d'Fortbewegung brauchen, hu sech d'Muskelen an de Skelett entwéckelt. D'Fortbewegung war wichteg, well si hir Energie just konnten duerch d'Friesse vun aneren Organisme kréien.

Ausserdeem hu si Sënnesorganer gebraucht fir Informatiounen ze kréien a sech séier kënnen z'orientéieren. Fir dës Informatiounen ze verschaffen an a prezis Beweegunge vun de Muskele kënnen ëmsetzen, hu si en Nervesystem gebraucht. E groussen Deel vun den Déieren hunn ausserdeem e Verdauungssystem gebraucht fir d'Nahrung déi opgeholl ginn ass a konsuméierbar cheemesch Eenzeldeeler ze zerleeën an de Recht erëm auszescheeden.

Ouni hir Sënner kënnen Déiere keng Nahrung oder aner Déieren fannen. Si géifen net matkréie wa si a Gefor sinn a kéinte sech bei der Fortbewegung net orientéieren.
Nieft deene 5 bekannte Sënner, wéi d'Richen, d'Fillen, d'Kucken, d'Héieren, d'Schmachen, hu vill Déieren nach aner Sënner déi si brauche fir z'iwwerliewen.
D'Klapperschlaange kënnen z. B. waarm Stralen empfannen a sou hiert Affer erkennen.
All Sënnesorganer wéi d'Aen, d'Ouren oder d'Taaschthoer vun den Huese sinn iwwer Nervenzelle mam Gehier verbonnen.

Vill Déieren, virun allem d'Landwierbeldéieren hunn e Skelett, dee wichteg ass fir de Kierper ze halen, déi bannenzeg Organer ze schützen an fir d'Muskelen.
D'Wierbeldéieren hunn e Skelett aus Schanken, ouni dat si sech emol net kéinte beweegen.
Aner Déiere wéi d'Spannendéieren hunn e Skelett aus der fester Substanz Chitin.

Déiereräich




#Article 413: Planzeräich (233 words)


 
DPlanzeräich oder Plantae, ass eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten.
D'Naturwëssenschaft vun de Planzen ass d'Botanik.

Viru méi wéi 400 Millioune Joer huet sech d'Flora entwéckelt. Si erniert d'Welt. D'Planze sinn d'Primärproduzente vun der Biosphär. Si wandelen d'Liicht vun der Sonn an eege Kierpersubstanz ëm a bilden domat d'Ernierungsgrondlag fir Déieren, Pilzer a vill Mikroorganismen.

Et existéiert eng grouss Terminologie fir d'Planzen an alle Variatiounen ze beschreiwen. Dofir hei nëmmen dat Wichtegst. Eng typesch Bléieplanz besteet aus enger Wuerzel, engem Stamm oder Still, Blieder a Bléien, aus deenen och deelweis Friichte kënnen entstoen. Donieft gëtt et nach d'Hoer, d'Stachelen an d'Dären.

D'Wuerzele vun de Planzen hu sech entwéckelt, well si op d'Waasser an d'Mineralstoffer aus dem Buedem ugewise waren. Déi Stoffer, déi si doduerch ophuelen, ginn iwwer speziell Réiercher an den ieweschten Deel vun de Planze weidergeleet. De Still ass do fir d'Blieder ze halen, déi d'Energie vun der Luucht afänken, aus der Loft Kuelendioxid ophuelen a Waasser a Sauerstoff ofginn.

Eng zweet Aufgab vun de Wuerzelen ass et d'Planz am Buedem festzehalen.

Bis 2004 ware ronn 287.650 Planzen identifizéiert. D'Wëssenschaftler ginn dovun aus datt et der bis 350.000 kéinte ginn.Et kann en se an 12 Ofdeelungen trennen. Néng dovu gehéieren zu den Algen. Déi aner dräi bilden zesummen déi gréng Landplanzen, déi, vum Moos ofgesinn, Odere fir de Waassertransport hunn, an dofir vum Buedem ewech no uewe wuesse kënnen.

Planzeräich




#Article 414: Mamendéieren (203 words)


DMamendéieren (Mammalia) sinn eng Klass aus dem Ënnerstamm vun de Wierbeldéieren (Vertebrata).

D'Mamendéieren hunn dat gréisst Déier, de Blowal, an dat geféierlechst Déier, de Mënsch, déi jeemools op der Äerd gelieft hunn, ervirbruecht. Mat Hëllef vu senger Intelligenz huet de Mënsch et fäerdeg bruecht de Planéit fir seng Zwecker ëmzekrämpelen an d'Ausstierwe vun aneren Déierenaarten ausgeléist, déi der Katastroph vu viru 65 Millioune Joer, um Enn vun der Dinosaurierära, gläicht.

D'Mamendéiere sinn net déi aarteräichst Grupp ënner de Wierbeldéieren, mä si dominéieren d'Äerd awer duerch hir Gréisst an duerch aner kierperlech Kennzeechen, déi si vun all deenen anere Liewewiesen däitlech ënnerscheeden.

Et gëtt grouss Ënnerscheeder bei der Gréisst an dem Kierperbau vun all Mamendéier. Déi meescht vun hinnen hunn Hoer um Kierper, e Mëllechgebëss a Mëllechdrüsen. All déi Kennzeeche feele bei all deenen anere Klasse vun Déieren.

Si leeën, bis op e puer Ausnamen, keng Eeër, mä si bréngen hir Jonk lieweg op d'Welt an niere se mat enger Flëssegkeet, der Mëllech, déi aus speziellen Drüsen (Mamen) kënnt.

D'Mamendéiere si gläichwaarm, d. h. hir Kierpertemperatur bleift op bal konstantem Niveau, meeschtens wäit iwwer der Temperatur vun hirer Ëmwelt. (Aner gläichwaarm Déiere sinn nëmmen nach d'Vigel). Hire Stoffwiessel ass zimmlech héich a relativ gläichméisseg.




#Article 415: Claude Wiseler (297 words)


De Claude Wiseler, gebuer den 30. Januar 1960 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV).

No sengem Secondaire am Stater Kolléisch huet de Claude Wiseler op der Sorbonne franséisch Literatur studéiert.

Tëscht 1983 a 1987 war de Claude Wiseler Stagiaire am Kolléisch an an engem Lycée technique. Säi Mémoire scientifique, deen am Kader vum Stage verlaangt gouf, huet hien 1985 iwwer L'action et la politique dans l'oeuvre de Pierre Drieu La Rochelle mat Erfolleg verdeedegt (383 S.). Duerno gouf hie Sproocheprofesser am Lycée technique du Centre. Hien ass awer relativ séier an den Erzéiungsministère gewiesselt, wou hie Professeur-attaché beim Fernand Boden gouf. Niewelaanscht huet hien un enger Dokterthees geschafft, déi hien 1989 ofgeschloss huet. Vun 1989 bis 1999 huet hien am Familljeministère an am Ministère fir Mëttelstand an Tourismus als Conseiller vun der Regierung geschafft.

De Claude Wiseler war tëscht 1995 an 2000, Generalsekretär vu senger Partei, der CSV. Hie gouf 1999 op hirer Lëscht eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt an zanterhier allkéiers erëmgewielt, zulescht bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018. Hie war vun Oktober 2014, an der Nofolleg vum Jean-Claude Juncker
, bis Dezember 2018 Fraktiounspresident vun der CSV (an domat der gréisster Oppositiounspartei) an der Chamber.

Vun 2000 bis 2004 war de Claude Wiseler Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg.

Tëscht 2004 an 2009 war de Claude Wiseler Minister vun der Fonction publique a Verwaltungsreform a Bauteminister an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II war hie vun 2009 bis 2013 Minister fir Nohalteg Entwécklung mat de Ressorte Bauten, Transport, Ëmwelt a Landesplanung.

Tëscht November 2009 a Januar 2014 war hien, zesumme mat der Octavie Modert, Vizepresident vun der CSV.

De Claude Wiseler ass mat der Isabel Santos-Lima, enger Sproocheprofessesch um Fieldgen an Europadeputéiert, bestuet a Papp vun 3 Kanner.




#Article 416: Jean-Louis Schiltz (218 words)


De Jean-Louis Schiltz, gebuer de 14. August 1964 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist a fréiere Politiker.

No sengem Lycée am Kolléisch huet de Jean-Louis Schiltz um Cours an der Stad an op der Sorbonne zu Paräis Droit studéiert, an dee Studium mat enger Maîtrise an engem DEA am Handelsrecht 1988 ofgeschloss.

Niewelaanscht war de Jean-Louis Schiltz och vu 1989 bis 1991 Assistent op der Droits-Facultéit vun der Sorbonne a vun 1991 bis 2004 Chargé de cours um Centre Universitaire an der Stad. Hien ass Auteur an Editeur vun enger Rëtsch Publikatiounen iwwer Handelsrecht.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 gouf hien nees an d'Chamber gewielt. Vu September 2009 bis Mäerz 2011 war hie Fraktiounschef vun der CSV an ass zanterhier och nees fir d'Kanzlei SchiltzSchiltz aktiv Am Februar 2011 huet hien ëffentlech ugekënnegt, sech ganz aus der Politik zréckzezéien a just nach als Affekot ze schaffen. Nofollger an der Chamber gouf d'Diane Adehm, neie Fraktiounschef de Lucien Thiel. Hien ass President vun der Fondation Hôpitaux Robert Schuman, Vizepresident vun der FEDIL a Verwaltungsrotmember vum RTL Group, vun der CLT-UFA, vu Quilvest a vun der Brasserie Nationale.

De Jean-Louis Schiltz gouf duerch den Arrêté grand-ducal vum 29. Juli 2020 Member vum consultative Conseil iwwer Weltraum-Ressourcen.

De Jean-Louis Schiltz ass bestuet a Papp vun 3 Kanner.




#Article 417: Beaconsfield (378 words)


Beaconsfield ass eng Stad (Market town) am englesche Buckinghamshire.

Beaconsfield huet een alen (Old Town) an een neien (New Town) Deel. Deen alen Deel ass am 18. Joerhonnert rondërem d'Postkutschestrooss gewuess. Typesch englesch: am Old Town gëtt et aacht Pubs, woubäi ee muss bedenken, datt am ganzen Duerf 11.000 Leit wunnen.

Beaconsfield läit nëmme 25 Meilen (zirka 37 km) vu London ewech. Den Heathrow Airport ass knapps 15 Minutte mam Auto wäit ewech, a mam Zuch brauch een net méi wéi 35 Minutte fir an den Zentrum vu London ze fueren.

Et gëtt ugeholl datt d'Duerf vun de Sachse gegrënnt gouf, eng hëlze Kierch stoung do, wou ëm 900 n. Chr. déi aktuell Kierch gebaut gouf. Warscheinlech ass dëse Site gewielt ginn, wëll hien op hallwem Wee tëscht London an Oxford läit, wat mat der Zäit ëmmer méi wichteg ginn ass.
Déi éischt Kéier schrëftlech ernimmt gëtt Beaconsfield am Joer 1185, deemools gëtt et nach Bekenesfeld geschriwwen.

Am 13. Joerhonnert ass den Richard, Earl of Cornwall den Herrscher vum ganze Landstreech ginn. Hie war dem Kinnek Henry III. säi Brudder, net verwonnerlech also datt hien 1255 déi kinneklech Autorisatioun krut fir all Woch e Maart ofzehalen. Dëse Maart ass zwar am fréien 19. Joerhonnert ofgeschaaft ginn, mä zanter 1982 gëtt et en nees.
Am Joer 1266 ass d'Duerf dem Klouschter vu Burnham zougeschwat ginn, wat dësem beträchtlech Geldzommen erabruecht huet.

Dat 18. Joerhonnert war eng Ära vu Prospéritéit, zum gréissten Deel duerch Leit, déi op der Duerchrees waren an déi op hirem Wee mat der Postkutsch tëscht London an Oxford ëmmer méi dacks am Duerf iwwernuecht hunn. Stroosseraiber (Highwaymen fir den Englänner) hunn dat och zimmlech interessant fonnt an Holtspur Hill war zum Beispill eng vun de beléiftste Plaze fir Leit ze plëmmen.
 
Mëtt 19. Joerhonnert koum dunn awer d'Enn vun der Prospéritéit, d'Agrikultur ass ëmmer manner rentabel ginn an den Zuch huet d'Postkutsch vum Marché verdrängt. Bis 1906 ass et keng Zuchverbindung mat Beaconsfield ginn, aus geographesche Grënn.

D'Gare vu Beaconsfield war gutt 1,5 km nërdlech vum Duerf, mä si ass séier den Zentrum vum Neiduerf ginn. Haut wunnen a ganz Beaconsfield iwwer 11.000 Leit. Den ale Kär ass mëttlerweil eng Conservation Area, e steet also gewëssermoossen ënner Denkmalschutz. Alles wat nei bäikënnt, gëtt am Neiduerf gebaut.




#Article 418: Pausanias (Geograph) (200 words)


De Pausanias war en antike griichesche Geograph a Reesenden am 2. Joerhonnert eiser Zäit.

De Pausanias ass am Ufank vum 2. Joerhonnert (~110/115) a Klengasien op d'Welt komm. Iwwer säi Liewen ass net vill gewosst, well d'antik Auteure schwätze quasi net vun him, an hie selwer verréit och net vill iwwer sech.

Hien huet warscheinlech säi Studium an enger vun de grousse Stied op der Egäisküst gemaach, déi ënner der Pax romana erëm opgebléit sinn, an e Foyer vu griichescher Kultur waren. Seng Formatioun war op allefall zolidd, hien huet all déi grouss klassesch Auteure kannt, genee sou wéi déi méi modern vu senger Zäit.

Wat hien am meeschten intresséiert huet, waren déi antik reliéis Aspekter: Statuen, Gebaier, Riten, Mythologie... .

De Pausanias ass vill an der griichescher Welt ronderëmgereest, an huet seng Erfarungen a sengem Wierk néiergeschriwwen.

Dem Pausanias säin eenzegt Wierk ass dPeriégesis tes Hellados (lëtz.: Beschreiwung vu Griicheland). Geschriwwen tëscht 150 an 175 ass dëst Wierk an 10 Bicher opgedeelt, déi d'Regioune vu Griicheland beschreiwen. Säi Wierk ass eng wichteg Source fir d'Archeologie. Mam Text vum Pausanias am Grapp goufen déi éischt Ausgruewungen zu Olympia an Delphi gemaach, an duerch seng Beschreiwunge konnte vill Ruinen identifizéiert ginn.




#Article 419: Äerd (908 words)


DÄerd ass den drëtte Planéit an eisem Sonnesystem. Et ass de Planéit, op deem mir liewen an den eenzege Planéit op deem et Liewe gëtt. D'Äerd ass viru ronn 4,5 Milliarde Joer entstanen. Si ass nieft dem Merkur, der Venus an dem Mars ee vu véier Gestengsplanéite am Sonnesystem.

Déi grouss Mass vun der Sonn mécht, datt d'Äerd rondrëm si dréint, grad wéi d'Mass vun der Äerd responsabel dofir ass, datt de Mound rondrëm d'Äerd dréint. Well d'Äerd sech och ëm hir eegen Achs dréint sinn déi verschidde Regiounen op der Äerd der Sonn zu ënnerschiddlechen Zäiten ausgesat. Fir d'Sonn eng Kéier z'ëmkreesen (ee Joer) brauch d'Äerd 365¼ Deeg.

D'Äerd ass den eenzege Planéit am Sonnesystem mat enger grousser Quantitéit vu flëssegem Waasser.Ronn 71% vun der Fläch vun der Äerd si mat Ozeane bedeckt; dowéinst gëtt si och heiansdo de Bloe Planéit genannt. Wéinst der Presenz vum Waasser gëtt et Milliounen Déieren- a Planzenaarten. D'Liewewiesen op der der Äerd hunn hir Uewerfläch enorm verännert. Zum Beispill hunn déi fréi Cyanobakterien d'Loft verännert an hir Sauerstoff ginn. De liewegen Deel vum Planéit gëtt Biospär genannt.

Bis haut kann nach kee richteg soen wéi d'Äerd entstanen ass an eng sëllegen Theorie goufe schonn opgestallt. Et gëtt allerdéngs eng schlësseg Theorie déi seet, datt eis ganzt Sonnesystem duerch d'Zesummeballe vu Wolleken aus Stëbs a Gas am Weltraum forméiert gouf. D'Äerd soll deemno viru 4,5 Milliarde Joer entstane sinn. Si ass am Laf vun 10 Millioune Joer duerch déi ganz Matière déi si am Sonnesystem begéint ass an duerch d'Schlécke vun dësen Deelercher, ëmmer méi grouss ginn. D'Obprallenergie war onvirstellbar grouss an dat stänneg Bombardéieren an déi gravitativ Virgäng an der Äerdmëtt hunn d'Äerduewerfläch mat ausgedeente Vulkanlandschaften an Ozeaner aus geschmoltem Gestengs geformt.
Duerch dës Bombardementer gouf d'Äerd ëmmer méi erhëtzt. Déi opgehëtzte flësseg Matière konnt also zu engem eenzege grousse Kierper verbonne ginn. Dat schwéiert Material ass no an no an d'Mëtt gefall wärend déi liicht Elementer op der Uewerfläch bliwwe sinn. Sou ass den Äerdkär an d'Äerdkuuscht entstanen. Dëst bezeechent een als formativ Phas. Si huet ongeféier 3,9 Milliarde Joer ugehalen.

Bis zur Äerdmëtt sinn et 6.371 km, an dat geschätzten Äerdgewicht huet 5,96 Quadrimillioune Kilogramm.

Si ass ënner de Kontinenter bis zu 70 km an ënner den Ozeane bis zu 10 km déck an ass vun der Mass an dem Volume am Verglach zu den aneren Äerddeeler ganz kleng.
Et gëtt zwëscht der kontinentaler Kuuscht an der ozeanescher Kuuscht ënnerscheet.

E läit ënner der Äerdkuuscht an ass ongeféier 2.860 km déck a besteet aus Gestengs dat ënner mächetegem Drock an enormen Temperature fléisst. E besteet gréisstendeels aus Silikater.

Ieweschten Äerdmantel

Ënneschten Äerdmantel

D'Schicht

Dës Iwwergangsschicht gehéiert nach zum ënneschten Äerdmantel a mécht d'Grenz zum Äerdkär.

Den Äerdkär ass dee bannenzege Beräich vun der Äerd a besteet haaptsächlech aus Eisen an Néckel. En ass agedeelt an e feste Bannekär an e flëssegen Aussekär. De Bannekär ass ongeféier 2.400 km déck a geet bis zum Äerdmëttelpunkt. Den Baussekär ass 2.300 km déck a läit bis zu 2.900 km ënner der Äerduewerfläch.
D'Kärtemperatur läit bei ongeféier 4.000 Grad Celsius.

D'Lithosphär ass deen ieweschte Beräich vun der fester Äerd. Si besteet aus der Äerdkuuscht an dem ieweschten Äerdmantel.

D'Asthenosphär ass déi plastesch reagéierten Zon am ieweschten Äerdmantel, op där Lithosphären-Placke schwammen.

D'Äerd besteet aus zwéi Magnéitpolen an der Géigend vum Nord- a vum Südpol.

D'Atmosphär ass d'Lofthüll vun der Äerd. Et gëtt verschidde Sphären oder Schichte jee nodeem wéi Temperatur oder d'Héicht ass. D'Grenz vun der Atmosphär läit bei ongeféier 700 km Héicht.
Duerch d'Atmosphär hu mir Loft fir z'otmen, Waasser fir ze drénken, Schutz viru schiedlecher Sonnestralung a Meteoritten.

D'Kontinenter op der Äerd maachen am Ganzen 29 Prozent vun der Äerduewerfläch aus. Dozou gehéiert déi grouss Landmass déi zesummenhänkt, d'Landmass am relativ flaachem Mier an de Kontinentalhang am Déifmier.

E Vulkan ass eng Plaz op der Äerduewerfläch, wou Magma erauskënnt. D'Massen déi erauslafen oder erausgeschleidert ginn bilden e kegel- oder schëldfrmege Bierg mat engem Krater an der Spëtz.¨

Vun engem Äerdbiewe schwätzt een, wann d'Äerduewerfläch duerch Kräften, déi meeschtens am bannenzegen Deel vun der Äerd entstinn, duerchgerëselt gëtt.
E Biewen um Mieresbuedem nennt ee Mierbiewen (oder, an Analogie zum däitschen, Séibiewen).

En Äerdbiewe kann entstoen:

Den italieenesche Seismolog Guiseppe Mercalli huet am Joer 1902 e System entwéckelt, mat deem sech Äerdbiewe matenaner vergläiche loossen: déi no him benannte Mercalli-Skala. Domat kënnen Äerdbiewen an 12 Niveauen agedeelt ginn.

Obwuel déi Skala am Laf vun der Zäit e puermol ugepasst gouf, ass et net méiglech, mat hirer Hëllef Äerdbiewe ganz objektiv erëmzeginn: D'Annuerdnung vun de Schied ass vun der Distanz zum Epizentrum vum Biewen, der Struktur vum Ënnergrond oder dem Zoustand vun der Bausubstanz ofhängeg.

Dofir huet den amerikanesche Seismolog Charles Francis Richter vun 1927 un, eng wëssenschaftlech fundéiert Skala entwéckelt, déi et erlabe soll, Biewen allgemeng vergläichen ze kënnen. Dofir huet hien de sougenannte Seismogramm benotzt. Et ass him nämlech un deem opgefall, datt d'Ausschléi vum Zär vum Seismograph vun der Stäerkt vum jeeweilege Biewen ofhänkt.
 
Leider huet et ee Problem mat der iwwersiichtlecher Duerstellung vun de Wäerter ginn - d'Nol huet bei engem staarke Biewen zéngmilliounemol méi staark ausgeschloe wéi bei engem schwaachen. De Riichter huet de Problem sou geléist: Hien huet a senger Skala am Joer 1935 definéiert, datt d'Äerdbiewestäerkt tëscht zwéin Niveauen a senger Andeelung ëm de Fakter 10 eropgeet. E Biewen op der Richter-Skala mat der Stäerkt 6,0 ass deemno zéngmol méi staark wéi eent vun der Stäerkt 5,0




#Article 420: Egypten (1834 words)


DArabesch Republik vun Egypten, op Arabesch مصر, läit an Nordostafrika. D'Sinai-Hallefinsel, déi zu Egypten gehéiert, gëtt am Allgemenge schonn zu Asie gezielt. D'Land grenzt un d'Mëttelmier, d'Rout Mier (Golf vun Aqaba), de Gaza-Sträifen, Israel, Libyen an de Sudan. D'Landfläch vun Egypten besteet am wesentlechen aus der Stroumoas vum Nil souwéi der Libescher Wüst am Westen a Süden, an am Osten aus der arabescher Wüst. Egypten gëtt zu de Maschrek-Staate gezielt.

De landschaftleche Charakter vun Egypten ass geprägt vum Géigesaz tëscht de Wüstegebidder an dem dicht bewunnten a bewässerte Land ronderëm den Nil. Dës Landfläch mécht zirka 5 % vum Territoire aus.

Am Weste vun Egypten läit d'Libesch Wüst, déi ronn zwee Drëttel vun der Staatsfläch anhëlt. Am Norde vun dëser Wüst läit den zimmlech niddreg geglidderte Libesche Plateau, deen an Egypten bis zu 241 m héich gëtt. Südëstlech vun dësem Gebitt fält den Terrain an op knapps 134 m ënner dem Mieresspigel erof, am Südwesten hieft e sech bis op 1.098 m héich erop. Am Oste vun Egypten, wou d'Arabesch Wüst läit, ginn d'Bierger bis zu 2.184 m héich. Den héchste Bierg vum Land ass de Gabal Katrîna (Katharinebierg) an de Gabal at- Bierger mat 2.637 m. Dës Bierger sinn op der Sinai-Hallefinsel am Nordoste vum Land a sinn duerch de Suezkanal vum afrikanesche Festland getrennt. De Mëtteldeel vum Land ass am Duerchschnëtt ëm déi 500 m héich.

Tëscht d'Wüsten duerch fléisst den Nil, deem säi Quellfloss, Kagera, am Biergland vu Burundi läit. Den Nil leeft op ronn 1.550 km an Egypten vu Süden no Norden, ier en, nodeem en duerch d'Nildelta, wat 24.000 km² grouss ass, an d'Mëttelmier fléisst. Ronn 100 km südwestlech vu Kairo läit de Fayyum Baseng, deen 1.827 km² grouss ass, an eng baseng-aarteg Oaselandschaft ass, an där hirem Norddeel den 230 km² grousse Qarun-Séi läit.

D'Küste leien am Norden zum Mëttelmier, am Osten zum Roude Mier, a sinn duerch de Suezkanal matenee verbonnen.

Am Nildelta an op der Mëttelmierküst herrscht e mediterrant Klima, am Wanter ginn d'Temperaturen erof, an et reent. De Rescht vum Land läit ënner dem Wüsteklima: Waarm an dréchen am Summer, mëll am Wanter, ouni wierklech ernimmenswäerten Néierschlag a mat laangen Drécheperioden.

Den Ufank vun der egyptescher Zivilisatioun läit ongeféier 7.000 Joer zréck an der Vergaangenheet. D'egyptesch Geschicht gëtt a vill Epochen ënnerdeelt:

Speziell d'Andeelung vun de geschichtleche Perioden an der virchrëschtlecher Zäit geet op de Manetho zréck, deen d'Herrscherlëschte vum alen Egypten bis zum leschte Pharao an 30 Dynastien agedeelt hat.

Kuckt dozou och den Haaptartikel: Geschicht vum Alen Egypten

Aus der alegyptescher Kultur si bis haut nach eng Rei vu Bauwierker erhalen. Zu de bekanntsten zielen d'Pyramide vu Gizeh, si sinn dat eenzegt vun de Siwe Weltwonner wat nach erhalen ass.

Méi spéit Zäit goufe chrëschtlech Kierchen a Kléischter gebaut. Dat bekanntst Klouschter läit op der Hallefinsel Sinai, d'Katharineklouschter. Déi meescht Moscheeën déi an islamescher Zäit gebaut goufe, stinn zu Kairo. Déi bedeitendst vun dëse Moscheeën ass wuel d'Al-Azhar-Moschee, déi zu der Universitéit gehéiert.

Egypten ass zanter dem 18. Juni 1953 eng Republik. De Staatschef war zanter dem 14. Oktober 1981 de Muhammad Husni Mubarak, dee gläichzäiteg och de Leader vun der Nationaldemokratescher Partei war. All sechs Joer koum et zu engem Referendum iwwer d'Wal vun engem Presidentschaftskandidat, dee vum Parlament virgeschloe gouf. Laut enger Ukënnegung vum Mubarak vum 26. Februar 2005 sollten doraus awer an Zukunft fräi Wale mat méi Kandidate ginn.

Déi lescht Walen (2000) fir déi 454 Sëtz vum Rot vum Vollek (10 Sëtz gi vum President verginn) huet d'NDP mat 86 % gewonnen, duerno koumen d'Onofhängeg (dorënner Kandidate vun der Muslimbrudderschaft) mat 8 %, d'Nei Wafd-Partei (NWP) mat 2 %, d'Nationalprogressiv Gewerkschaftsvereenegung Al-Tagammu‘ (NPUG) mat 1 % an d'Nasseristesch Partei souwéi d'Liberal Partei mat manner wéi 1 %.

Inspiréiert vun der Revolutioun an Tunesien am Dezember an Januar 2011, koum et vum dem 25. Januar 2011 un, zu Kairo zu Volleksversammlungen, déi d'Demissioun vum President Mubarak an demokratesch Reforme gefuerdert hunn.
Den 11. Februar 2011 huet de Muhammad Husni Mubarak dem politeschen Drock noginn, demissionéiert an ass a Saudi-Arabien geflücht.

Egypten ass a 26 Gouvernorater (arabesch محافظات muhāfazāt, Singular محافظة muhāfaza) ënnerdeelt:

Opgepasst: Bei zwou Transkriptiounsméiglechkeete, getrennt duerch e Komma, stellt déi éischt déi héicharabesch Variant duer, déi zweet d'Egyptesch-arabesch Variant.

D'Ekonomie vun Egypten gëtt och haut nach duerch d'Landwirtschaft geprägt, déi sech haaptsächlech op de Regioune laanscht den Nil, am Nildelta an an eenzelen Oasen ass. Dobäi huet sech de landwirtschaftlechen Ubau vun enger Subsistenz- zu enger Exportorientéierung gewandelt, soudatt relativ betruecht manner landestypesch Nahrungsmëttel wéi Hirse, Saubounen a Kabes ugebaut ginn. Zirka 17 % vum Bruttoinlandsprodukt kommen aus der Landwirtschaft (Stand: 2000). Trotzdeem ass Egypten net fäeg, seng Bevëlkerung, déi staark am Wuessen ass, z'ernieren, soudatt vill Liewensmëttel importéiert musse ginn - am Joer 1980 goufen iwwer 5 Mio. Tonne Weess aus dem Ausland agefouert respektiv dräimol sou vill wéi an Egypten selwer ugebaut gouf. D'Liewensmëttelaféierung mécht ee Véirel vum Gesamtimport aus, wat zirka 3 Mrd. US-Dollar entsprécht. Ausserdeem existéiert en enormt Mëssverhältnis tëscht Im- an Export, wat zu enger enormer Auslandsverscholdung gefouert huet. Dëse Problem wäert sech och sou séier net léise loossen, well den Terrain an Egypten, bis op déi Deeler déi scho benotzt ginn, net fir Landwirtschaft geeegent ass, well de Buedem immens arid ass, an et kaum Waasserquelle fir eng kënschtlech Bewässerung gëtt. E weideren negative Punkt fir de Liewensmëttelubau an Egypten ass de Bau vum Assuan-Staudamm; hien huet dofir gesuergt, datt d'Iwwerschwemmung vum Nil bal net méi existéiertert an domat d'Ubaufläch méi kleng a méi onfruchtbar gi sinn. Zurzäit ginn awer am Kader vum Toshka-Projet Deeler vun der egyptescher Wüst westlech vum Nil fir d'Landwirtschaft notzbar gemaach.

Déi wichtegst Exporter vun Egypten si Pëtrol, Kotténg an Aluminium, déi wichtegst Importer si Liewensmëttel, cheemesch Produkter, Metaller a Maschinnen.

E weidere wichtegen Ekonomiesekteur ass den Tourismus, deen no den Terroruschléi op touristesch Ziler an den 90er Joren awer zäitweis staark huet missen abéissen (Luxor 1997, Sinai 2004 an 2005 an 2006 zu Dahab).

Den Tourismus ass eng vun de wichtegste wirtschaftleche Ressource vum Land. Besonnesch d'egyptesch Altertümer sinn e grousse Magnéit fir Besicher aus dem Ausland. Nieft Gizeh a Kairo gëtt och Luxor gär besicht, vu wou aus een ënner anerem den Dall vun de Kinneken erreeche kann. Luxor ass och den Ausgangspunkt fir Nilcroisière bis op Assuan. Vun do gi Fluch- oder Bustouren op Abu Simbel ugebueden. Déi meescht Reesveranstalter bidden en Inlandsvol op Kairo, an eng Plagevakanz op Hurghada un.

D'Touristenhéichbuerg ass ouni Zweiwel Hurghada um Roude Mier. D'modern Touristenuertschaft Sharm El-Sheikh op der Südspëtzt vun der Sinai-Hallefinsel ass besonnesch bei Frënn vum Dauchsport immens beléift, an de leschte Jore koumen awer och ëmmer méi Ënnerwaasser-Sportler op Dahab, wat nërdlech dovu läit. Duerch den Dauch-Tourismus, deen ëmmer méi an d'Luucht geet, ginn och Plaze südlech vun Hurghada, laanscht d'westlech Küst vum Roude Mier, erschloss. Dozou zielen al-Qusair, Marsa Alam, an Zabargad kuerz virun der sudaneesescher Grenz.

Allerdéngs ass den Touristestuerm op Sharm El-Sheikh an d'Sinai-Hallefinsel zanter den Uschléi am Oktober 2004 a Juli 2005 staark zréckgaangen. Zu Dahab koumen de 24. Abrëll 2006 bei dräi Explosiounen 23 Mënschen ëm d'Liewen, dorënner vill Touristen.

Tëscht 1992 an 2000 louch den Undeel vum Staatsbudget fir

D'Bevëlkerung vun Egypten wunnt primär am Nildall, am Nildelta, beim Suezkanal an um Roude Mier. An de westlechen Oase Fayyum, Dachla, Farafra, Siwa a Charga liewen nëmme wéineg Mënschen.

Déi gréisst Stied sinn (Mio. Awunner, Stand 1. Januar 2005): Kairo (7,7), Alexandria (3,8) a Giseh (2,4), Suez(0,5), Luxor(0,4) an Assuan (0,2).

Kuckt och: Lëscht vun de Stied an Egypten

D'Majoritéit vun der egyptescher Bevëlkerung sinn Araber. Doriwwer eraus liewen am Süde vun Egypten d'Nubier. An der Libescher Wüst hu fréier Berberstämm gewunnt, vun deenen haut awer nëmmen nach e puer an der Oas Siwa eng Berbersprooch schwätzen, an de Wüsten ëstlech vum Nil liewen arabesch- a Bedscha-sproocheg Nomaden.

Egypten ass laut senger Konstitutioun en islamesche Staat an den Islam ass d'Staatsrelioun, d'Scharia ass d'Haaptquell vun der Gesetzgebung.
Nieft der sunittescher Majoritéit fënnt een zu Kairo an Alexandria, awer och a Mëttel- an Ueweregypten, Chrëschten, virun allem Kopten, déi net selen an Dierfer mat chrëschtlecher Majoritéit liewen. Eng amtlech Zielung vun de Chrëschte gouf bewosst net duerchgefouert, opschonn d'Relioun an de Pass muss agedroë ginn. 
 85-90 % vun den Egypter si Moslems (meeschtens Sunitten), 7-13 % si koptesch Chrëschten (meeschtens orientalesch-orthodox, e klengen Deel och koptesch-kathoulesch), de Rescht verdeelt sech op griichesch-kathoulesch a protestantesch Chrëschte souwéi Judden.

Besonnesch an Ueweregypten sinn déi als chrëschtlech Minoritéit dacks benodeelegt Kopten Zil vun Terror a Schutzgelderpressunge vu radikale Moslems ginn, heefeg mam Wësse vun de lokalen Autoritéiten. Moslems, déi zum Chrëschtentum iwwertrieden, musse mat staatlechen Zwangsmoossname rechnen. Nei koptesch Kierchen däerfen net gebaut ginn, och kleng Reparature brauchen e Presidialdekret. D'Kopte beusproche fir sech, déi direkt Nofollger vun der alegyptescher Bevëlkerung vun der Pharaonenzäit ze sinn. Aus hirem Numm ass dat griichescht Wuert aigiptios ginn, wat am Lëtzebuergeschen Egypten gouf.

Engersäit ass d'Ausleeung vum Islam an Egypten immens modern a fortschrëttlech, besonnesch duerch d'al-Azhar-Universitéit. Anerersäits ass Egypten zanter Joerzéngten (nieft Saudi-Arabien) och en Zentrum vum islamesche Fundamentalismus. Sou ass d'Moslembrudderschaft hei aktiv an am Osama bin Laden senger Terrorgrupp al-Qaida ware schonn zu Zäite vum 11. September 2001 immens vill Egypter a Féierungspositiounen. Deels sti si bis haut mat un der Spëtzt. Datt si hir heemesch Wuerzele gekappt hunn, ass net warscheinlech. D'islamistesch-fundamentalistesch Zeen gesäit de Kampf géint Westler, wéi z. B. zu Dahab (Sinai) am Abrëll 2006, als Bestanddeel vun engem gerechte Kampf géint en ongerechte System, e gottlose Staat an eng westlech-jiddesch Verschwörung géint den Islam un.

Et gëtt majoritär Egyptesch-Arabesch geschwat, en neiarabeschen Dialekt. Schrëftsprooch ass awer zanter der Eruewerung am 7. Joerhonner d'Héicharabesch, nëmmen an der Koptescher Kierch gëtt als Liturgiesprooch nach Koptesch benotzt, dat an egener Schrëft, déi vum griicheschen ofgeleed ass, geschriwwen.

An der Oas Siwa gëtt nach eng Berbersprooch geschwat, dat sougenannte Siwi.
Am Süden an an der Oas Charga schwätze vill Mënschen Nubesch. Am Südoste gëtt et och Leit déi Bedscha schwätzen.

Als Friemsprooch ass Englesch an an der Uewerschicht och Franséisch verbreet.

D'Bevëlkerung vun Egypten wiisst immens séier, a stellt d'Land, wat schonn nëmmen op senge fruuchtbaren Deeler bewunnt ass, viru grouss Problemer. Ëm 1800 hat d'Land nëmmen eng ronn 2,5 Milliounen Awunner. Am Joer 1900 huet d'Bevëlkerung d'12,5 Milliounen Awunner erreecht, 2000 waren et scho bal 68 Milliounen. An der Vergaangenheet, zirka zu der Zäit vun de Pharaonen, hat d'Land tëscht 4 bis maximal 12 Milliounen Awunner - eng Bevëlkerungszuel déi wuel och an der Spéitantiquitéit erreecht gouf.

An der Tounkonscht hu sech d'al Egypter vun zirka 3000 v. Chr. u bewisen, mat enger grousser Auswiel vu Museksinstrumenter: Harfen, Lauten, Leieren, Flûten, Hautbois, Päifen, Tamburinen, Trommelen etc., déi een op de ville Wandfreske gesäit; weider Kenntnisser liwwert d'Archeologie.

No de Ptolemäer an de Réimer huet d'egyptesch Musek Aflëss aus dem byzantinesche, perseschen a - virun allem - arabesche Raum integréiert. An Egypten hu virun allem d'Traditioune vun de Beduinen, Saiyidis an Nubier d'egyptesch Volleksmusek beaflosst.

Déi haiteg egyptesch Musek gëtt an zwou Gruppen ënnerscheet:




#Article 421: Bunker Hondsbësch (547 words)


De Bunker Hondsbësch zu Nidderkuer, an der Gemeng Déifferdeng, war eng vun de gréisste Refractairëstoppen an der Zäit vum Zweete Weltkrich. Do waren iwwer 122 Refractairë verstoppt.

Wéi d'Resistenzler matkritt hunn, datt de 5. Februar 1944 eng Gestapo-Razzia zu Nidderkuer geplangt war, huet misse gehandelt ginn. Sou ass, op d'Initiativ vum Emile Maar hin, de Plang Galerie verwierklecht ginn. 
Hei war d'Iddi, ee vun den ale Stollen, déi wéinst Baufällegkeet zougemaach gi waren, als Bunker ëmzefonctionéieren.

Zu där Zäit ass an deem Minièresystem daagsiwwer nach geschafft ginn. Absolut Virsiicht an total Geheimhaltung war dofir gebueden. De Stollen, an deem de Bunker ageriicht gouf, war u sech nëmmen en Niewenaarm vun der eigentlecher Minière. Den Zougank dofir gouf einfach nëmme mat zwee gekräizte Brieder verneelt. Déi hunn allerdéngs d'Minièresaarbechter net dru gehënnert, dee Stollen als Toilette ze benotzen, a sou koum et och emol vir, datt sech deen een oder aneren net nëmmen 10, mä och mol 30 Meter oder méi, eragewot huet. Dat huet en enorme Sécherheetsrisiko duergestallt.

Mat all Mount sinn zirka 20 Refractairen dobäikomm an op eng Kéier hat d'Organisatiounsteam, dat zu 11 war, Schwieregkeeten, d'Iwwersiicht iwwer déi Verstoppt ze behalen. Et gouf eng bal scho militäresch Hierarchie agefouert. Wéi jiddweree sech virstelle kann, geet et dacks net ouni Reegelen, scho guer net a sou geféierlechen Zäiten.
Aus deem Grond goufen och Posten opgestallt, déi ënner anerem d'Entrée vum Stolle bewaache sollten. Do koum et och eng Kéier zu engem klengen Tëschefall. 

D'Liewen am Bunker war net liicht, besonnesch net op sou engem enke Raum an a totaler Isolatioun vun der Baussewelt. Sou koum et déi eng oder aner Kéier zu Streidereien, déi et mat sech bruecht hunn, datt e Geriicht, aus Memberen aus dem Organisatiounsteam, zesummegestallt gouf. An de meeschte Fäll ass et duergaangen, datt deejéinegen, deen aus der Roll gefall ass, virun de Komerode bloussgestallt a mam Grompereschieldéngscht bestrooft gouf; no enger Zäitchen huet och dee schwieregste Charakter sech zu engem teamfähege Komerod entwéckelt.

Vun Ufank u sinn et Problemer ginn. Uganks hunn déi éischt Flüchtlingen op rengen Holzstécker geschlof, déi se aus vermuuschten Holzdunne gemaach hunn, no an no sinn dann Dëscher, Bänken an Brëtsche gezammert ginn.

Déi iwwer 120 Refractairen hunn awer och missen z'iesse kréien. Dofir gouf reegelméisseg eng kleng Trupp nuets an d'Duerf geschéckt. D'Organisatioun vun Iesswuere war och sécherlech eng vum Emile Maar senge gréisste Chargen. Als Distrikschef vun der L.R.L. hat hien do vill Kontakter, déi ënner anerem am Duerf Liewensmëttel gesammelt hunn, soudatt owes alles prett war, wann d'Trupp komm ass. De warscheinlech gréissten Deel un Iesswueren huet d'Famill Poupart an hirem Gaart prett geluecht, soudatt d'Trupp net huet missen an d'Duerf goen. Nieft der Iesswuerebeschafung huet déi Nidderkuerer Famill sech och ëm d'Wäsch vun de Refractairë gekëmmert.

Ëm déi 150 Meter méi wäit hunn d'Minièresaarbechter an zwou Schichte vu 6 Auer mueres bis 10 Auer owes geschafft. Sou ass den Dag zur Nuecht ginn. Déi meescht Leit hu geschlof, nëmmen Aarbechten, déi onbedéngt hu misse gemaach ginn, konnte gemaach ginn, wéi zum Beispill Grompere schielen. Verschidde Waachposte waren op de wichtegste Plazen opgestallt. An der Nuecht hunn d'Flüchtlingen hire Beschäftegunge konnte nogoen. Et gouf mat de Kaarte gespillt, verschiddener hunn een Tagebuch gefouert, anerer hu gelies. Mat der Zäit gouf souguer eng kleng Bibliothéik zesummegesammelt.




#Article 422: Emile Maar (336 words)


Den Emile Maar, gebuer de 7. Oktober 1916 zu Nidderkuer a gestuerwen den 23. September 1965 zu Käerjeng, war e geléierte Gäertner, spéider Sergeant an der 1re Armée Française a Leeder vun verschiddene lëtzebuergesche Resistenzzellen.

Uganks 1941 hat den Emile Maar, éischt Kontakter mat der PI-Men opgeholl, wou en direkt als Passeur an der Section Evasion gehollef huet, Flüchtlingen a Frankräich anzeschleisen. Bis Mäerz 1942 hat e vill geheim Grenziwwergäng erméiglecht.
Spéider ass en a Kontakt gerode mat der L.R.L., wou en zimmlech séier d'Organisatioun vun der geheimer Ënnergrondbewegung an der Géigend ëm Déifferdeng, Nidderkuer an Uewerkuer iwwerholl huet.
Och zu Schëffleng an an Esch-Uelzecht huet den Emile Maar, zesumme mam Conrad Pauly, d'L.R.L.-Gruppen ausgebaut, a vun deem Zäitpunkt un de Poste vum Distriktschef vun der L.R.L. iwwerholl.
Seng Haaptchargen hunn deemools virun allem an der Beschafung vu Geldmëttelen, Liewensmëttel- a Kleederkaarten an der Verdeelung vu patriotesche Fluchziedele bestanen.

Vum Juni bis August 1943 huet en am zum Deel besate Frankräich verbruecht, wou en och fir een Dag a Gefaangenschaft geroden ass.
Wéi en erëm zu Lëtzebuerg war, huet e mat de Grenziwwergäng weidergemaach a ville bekannten Deserteuren a Frankräich polnesch Päss verschaaft, fir se sou virun enger weiderer Verfollgung ze schützen. Hie selwer huet sech wärend där Zäit misse verstoppt halen.

Wéi et ëmmer méi schwéier gouf d'Fluchtweeër z'organiséieren, huet misse gehandelt ginn. Den Emile Maar ass do op d'Iddi komm, de Refractairen ënner dem Buedem eng Stopp ze ginn, an zwar an der wäitleefeger Galerie Hondsbësch. Sou war den Emile den Initiator vum Nidderkuerer Hondsbësch-Bunker, an deem spéider iwwer 122 Refractairë verstoppt waren.

No der Befreiung vu Lëtzebuerg am Januar 1945 ass den Emile Maar als Fräiwëllegen an d'1re Armée Française gaangen, wou hien et bis zum Schluss vum Krich 1945 an de Rang vun engem Sergeant gepackt huet, dekoréiert mat der Croix de Guerre.

En ass am Alter vun 48 Joer 1965 gestuerwen.

Op sengem Begriefnes ware bekannt Leit, wéi ënner anerem den Alphonse Osch, de Lieutenant-Colonel Emile Krieps, an de Ferdinand Besch....




#Article 423: Letzeburger Ro'de Lé'w (112 words)


Letzeburger Ro'de Lé'w (haiteg Orthographie: Lëtzebuerger Roude Léiw), kuerz LRL, war eng Resistenzlergrupp zu Lëtzebuerg an der Zäit vum Zweete Weltkrich. Si gouf am Oktober 1941 zu Uewerkäerjeng gegrënnt a war besonnesch aktiv am Süden, am Westen an am Zentrum vum Lëtzebuerger Land.

Am Mäerz 1944 war d'L.R.L. ee vun de Grënnungsmembere vun der Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen (Unio'n).

Haaptaktivitéite waren ënner anerem den Opbau vu Fluchtweeër fir a Frankräich an d'Verdeele vu patriotesche Fluchziedelen.

Eng vun hiren hautdesdaags bekanntste Stoppe war de Bunker Hondsbësch zu Nidderkuer, deen an enger zougemaachter Galerie ageriicht gouf. Do ware bis zur Opléisung vum Bunker iwwer 122 Refractairen, zum Deel Wehrdienstverweigerer an och politesch Flüchtlinge verstoppt.




#Article 424: Geheime Staatspolizei (329 words)


Gestapo ass d'Ofkierzung fir Geheime Staatspolizei an der Zäit vum Nationalsozialismus.

Si war als politesch Police, dem Ministerium des Innern ënnerstallt a gouf vum Heinrich Himmler geleet. Si hat praktesch onbegrenzte Muechtbefugnesser, fir si huet dat allgemengt Policerecht net gegollt a war dowéinst e gefaart Muechtinstrument vun den Nationalsozialisten. Am Géigendeel zu den uniforméierte Representante vum NS-Staat, déi fir d'pompéis Inzenéierung vum Regime Garant waren, huet d'Gestapo an Zivilgezei geschafft an huet och ni mat Formatioune bei Optrëtter matgemaach. Amplaz vum dichtegen Optriede huet se éischter op e Bild vun Allmuecht, Allwëssen an iwerall present sinn, gesat. Dat Bild gouf awer zimmlech vag gehalen, fir ëmsou méi Angschtgefiller opkommen ze loossen.

D'Gestapo gouf de 27. Abrëll 1933 nodeems d'Nationalsozialisten und d'Muecht komm waren, gegrënnt a koum aus de Strukture vun der preisescher Geheimpolizei. Am Ufank war et éischter eng bescheiden Administratioun, déi d'Kompetenze vun der politescher Police am Sënn vun der NSDAP u sech gerappt huet. Um Déngschtstempel war de Schrëftzuch Gestapa fir Geheimes Staatspolizeiamt ze liesen. Den Hermann Göring deen zur Zäit vun der Grënnung Reichskommisar für Luftfahrt und für das preußische Innenministerium war, gouf hiren éischte Chef. Eréischt wéi den Heinrich Himmler an de Reinhard Heydrich mat der SS ëmmer méi Muecht u sech gerappt hunn, gouf dGestapa ënner hirer Leedung déi flächendeckend Groussorganisatioun fir d'Bespëtzele vun der Bevëlkerung an Ausschalte vu Regimegéigner, déi ënner dem Numm Gestapo bekannt gouf. Bis 1944 hat d'Gestapo 32.000 Mataarbechter. Am Juni 1936 ass den Heinrich Himmler de Chef vun der ganzer däitscher Police ginn. D'Gestapo war dem RSHA (Abteilung Sicherheitspolizei) ënnerstallt an domat och der NSDAP.

D'Membere vun der Gestapo goufen - mat Ausnam vun de Membere vun der Douane an dem Grenzschutz, souwéi och den ënneschte Verwaltungsemployéeën a Fonctionnairen - am Kader vun den Nürnberger Prozesser ugeklot, zu enger verbriecherescher Organisatioun erkläert a verurteelt.

Zu Lëtzebuerg hat d'Gestapo hat hiren Haaptsëtz an der Villa Pauly an der Stad. Chef war vu Mäerz 1941 bis Abrëll 1943 de Fritz Hartmann.




#Article 425: Vulkan (323 words)


E Vulkan ass eng Plaz op der Äerduewerfläch, wou Magma erauskënnt. Do, wou déi erausprojezéiert gëtt oder erausleeft, entsteet e kegel- oder schëldfërmege Bierg mat engem Krater op der Spëtzt.
All Virgäng, bei deene fest, flësseg oder gasfërmeg Stoffer aus der Äerd op d'Uewerfläch kommen, heesche Vulkanismus.

Wann d'Energie aus der Déift vun der Äerd bis bei Äerdkuuscht kënnt räisst se s'auserneen. Déi Hëtzt, déi eropkënnt, deet e Vulkan späizen an d'Äerd seismech zidderen.

D'Äerdplacken, déi déi baussecht Schicht vun der Äerd bilden, ginn no ënne gezunn, wou se deelweis duerch déi enorm Hëtzt schmëlzen. Doduerch kënnt da Magma erop a formt Vulkanketten. Op enger aner Plaz komme Sailen aus waarme Gestengs, Plumes genannt, erop. D'Lava kënnt aus sougenannten Hotspots erausgefloss a léisst Vulkaninselen entstoen.

All déi Prozesser erstinn duerch de gliddegen Äerdkär, deen all seng Hëtzt no baussen ofgëtt, wéi och duerch radioaktiv Prozesser am Äerdmantel an der Äerdkuuscht.

Vill explosiv Vulkaner hu vill Schichte vu Material vun hire villen Ausbréch. Déif am Vulkan läit e Reservoir mat flëssegem Gestengs. Iwwer dëser Magmakummer féiert e Schaarschtech bei de Krater. Dee kann duerch déi erstarrt Lava zou sinn. Den Drock, dee sech duerch de Magma, een no uewe wëll kommen, entsteet, féiert dozou, datt dee Stopp ewechexplodéiert an de Magma erausgeschleidert gëtt.

D'Form vun engem Vulkan hänkt virun allem vu senger Lava of.
Et gëtt sechs verschidde Forme vu Vulkaner:

Vulkaner entstinn do wou de Magma sech säi Wee duerch d'Äerdkuuscht sicht an dat meeschtens do wou scho Rëss sinn. Do fléisst de Magma dann un d'Äerduewerfläch oder op de Fong vum Mier. 
An den Tëscheraim vun den tektonesche Placken bilt d'Magma eng nei Äerdkuuscht an en neie Vulkanréck.
Si kënne sech awer och a sou enger Plack bilden. Si ginn duerch déi sougenannt Hotspots am Äerdmantel verursaacht.

Et gëtt ronn 1.500 Vulkaner op der Äerd déi aktiv sinn. Déi meescht sinn net ze gesinn, well si um Grond vun de Mierer sinn.




#Article 426: Magma (123 words)


Magma (griichesch: gekniet Mass) ass geschmolt Gestengs aus der Äerd. Et ass gashalteg a glutflésseg an huet Temperature vun 1.000 - 1.300 Grad Celsius. 
Et besteet aus Oxide vu Silizium, Aluminium, Eisen, Mangan, Kalzium, Natrium a Kalium, wat aus den déiwe Schichte vun der Äerdkuuscht an dem Mantel hierkënnt.

Jee nom Mengenverhältnis vun de Komponente gëtt ënnerscheet tëscht dräi Aarten: 

Beim Ofkillen entsteet magmatesch Gestengs. Beim Austoussen aus Vulkaner bilt sech op der Äerduewerfläch vulkanesch Gestengs Vulkanit. An den ënnerierdesche Magmakummeren dogéint entsteet, no méi luesem Ofkillen, déck kristalliséiert Déifgestengs Plutonit. Dat meescht vulkanesch Gestengs ass Basalt, dat mescht Déifgestengs ass Granit.

Magma ass souzesoe Bestanddeel vun der Kuuscht vun der Äerd a genee sou bilt se d'Form déi op der Äerduewerfläch entsteet.




#Article 427: Meil (244 words)


Eng Meil ass eng Moosseenheet fir Distanzen ze moossen. Et gëtt Landmeilen an nautesch Meilen: eng Landmeil sinn 1.609 Meter an eng nautesch Meil sinn 1.852 Meter.

Déi verschidde Meilen:

Queesch duerch d'Geschicht ass de Begrëff Meil mat verschidden Definitioune gebraucht ginn.

Bei de Réimer war eng Meil ongeféier 1479 Meter. Eng réimesch Meil huet aus 1000 Duebel-Schrëtt bestanen, eeben zwéi Schrëtt vun engem Legionär. All Duebel-Schrëtt gouf Passus genannt, dat waren ongeféier 57,60 Zentimeter. Dat Wuert Meil kënnt vu mille passus (Méizuel milia passuum), dausend Schrëtt. Et waren och d'Réimer, déi laanscht hire Stroossen duerch ganz Europa, op d'mannst an hirem Imperium Romanum, ee Stee fir all Meil gestallt hunn, Meilesteng. De réimeschen Numm fir sou ee Steen, milliarium (Méizuel milliaria), ass och dacks benotzt ginn amplaz vu Meil.

An der Navigatioun ass meeschtens déi geographesch Meil benotzt ginn, definéiert als 1 Minutt vum Längemeridian um Equator, ongeféier 1855 Meter.

Den Numm statute mile kënnt dohier, well d'Queen Elizabeth I. vun England am Joer 1593 mat engem statute, deen eisem arrêté royal grand-ducal gläicht, d'Längt vun enger Meil vu 5.000 op 5.280 Fouss geännert huet.

Och wann d'International Meil 1959 offiziell als Moosseenheet festgehale gouf, ass an Amerika dsurvey mile weiderhin am Gebrauch bliwwen, zum Beispill fir d'Kadasteren.
Et ass also eréischt zanter dem 1. Juli 1959, datt op der ganzer Welt 1 Meil déi selwecht Längt huet.

Hei kritt dir eng Iddi, wéi ënnerschiddlech de Begrëff eng Meil ausgeluecht gëtt:

Änlech Unitéiten:




#Article 428: PI-Men (117 words)


DPI-Men, dFormation des Patriotes indépendants luxembourgeois, déi sech och nach F-16,9 genannt hunn, war eng vun de bekanntste lëtzebuergesche Resistenzlergruppen.

Si gouf am Hierscht 1940 zu Déifferdeng vum Josy Goerres gegrënnt a war besonnesch aktiv am Süde vum Lëtzebuerger Land. Déi Grupp war spéider och Member an der Unio'n. Zum Kär vun der Oganisatioun hunn nieft dem Josy Goerres, de François Gräve a seng Fra Gréidy Krieps, den Eddy Fritsch, de Marcel Jung, de Jos Sossong, an den Albert Ungeheuer, all vun Déiferdeng gehéiert. Hir Haaptaktivitéite waren den Opbau vu Fluchtweeër fir politesch Flüchtlingen, Refractairen an entkomme Krichsgefaangen, déi weider no Frankräich gehollef kruten, an d'Verdeele vu patriotesche Fluchziedelen.

Déi Organisatioun war op véier verschiddene Gebidder aktiv:




#Article 429: Tektonik (270 words)


DTektonik befaasst sech mam aktuelle Bau vun der Äerdkuuscht a mat hire Beweegungen a Stäerkten.
D'Wëssenschaft vun der Tektonik beschreift d'Beweegunge vun de Lithosphärplacken an déi Kraaft, déi tëscht hinne wierkt, a gëllt bis haut als Grondlag vun der moderner Geologie.

Déi baussenzeg Schicht vun der Äerd ass d'Lithosphär. Si besteet aus engem Mosaik vun tektonesche Placken déi jeeweils vun der Äerdkuuscht an dem ieweschten Deel vum Äerdmantel gebilt ginn.
D'Kontinenter schwammen op dëse Placken, déi sech ëmmer ganz lues beweegen. D'Kontinenter bestinn aus décke Kuuschtendeeler, d'Ozeaner hu méi eng dënn Kuuscht.

Duerch déi Beweegunge ginn d'Kontinenter ausernee gerappt an nei Mierer entstinn. All d'Äerddeeler wéi se haut sinn, ware fréier een eenzege grousse Kontinent, de Pangea. D'Placke kënnen awer och d'Kontinenter zesummestoussen. Dobäi entsti Schichte vu Gestengs a gewalteg Biergketten.

Wa Placken zesummestoussen nennt een dat Subduktioun. Dat geschitt meeschtens do wou eng dicht ozeanesch Lithosphär op eng méi liicht kontinental stéisst. Déi ozeanesch daucht ënner déi kontinental Plack an d'Asthenosphär. Déi Schicht vum Äerdmantel ass gliddeg waarm an een Deel vun der Kuuscht schmëlzt. ¨

Wa Placken auserneen driften, meeschtens geschitt dat ënner den Ozeaner, ka flëssegt Gestengs aus dem Mantel eropkommen an der Lithosphär nei Matière bäiginn. Sou Plaze gi Bildungszone genannt, well eng nei Kuuscht gebilt gëtt.

D'Äerdiwwerläch ass a siwe grouss Plakken opgespléckt. Dëst sinn:

Da gëtt et och nach e puer méi kleng Placken, wéi d'Kokos-Plack, d'Nazca-Plack, Arabesch Plack, Karibesch Plack, Philipinnesch Plack,...

Duerch d'Zesummespill vun den tektonesche Placken entsti spektakulär Naturspiller op der Welt, wéi z. B. Äerdbiewen oder Vulkanausbrëch. 
En Äerd- oder Séibiewen kënnen als Folleg och nach Tsunamië mat sech bréngen.




#Article 430: Fändel vun der Belsch (682 words)


De Fändel vun der Belsch (op hollänesch: Vlag van België, op franséisch: Drapeau de la Belgique, op däitsch: Flagge Belgiens besteet aus dräi vertikale Sträifen an de Faarwe schwaarz, giel a rout.

De belsche Fändel gouf den 23. Januar 1831 agefouert. (Am Text als Pavillon).

D'Fändelen déi op de Gebaier ausgehaange ginn hunn e Verhältnes vu 26:30 (Héicht:Breet).

De Pavillon vun der Marine huet eng Andeelung vun 2:3. Fändelen, déi am Handel u Privatleit verkaaft ginn, hunn déi selwecht Proportioune wéi de Pavillon maritime.

Vun Oktober 1831 un, sinn d'Faarwen um Fändel zu gläiche Moosse vertikal agedeelt, mat den dräi Faarwen: schwaarz, giel, rout

D'Faarwe vum belsche Fändel sinn am Artikel 193 vun der belscher Konstituioun festgehalen. Deen Artikel seet La Nation belge adopte les couleurs rouge, jaune et noir....

Am Fändel goufen am Ufank déi Faarwen och an där Reiefolleg sou gebraucht. Haut ass d'Reiefolleg schwaarz, giel, rout.

Déi Faarwe ware fir d'éischt am sougenannte Soulèvement de Bruxelles am Mee 1787 opkomm. Et sinn d'Faarwe vum Wope vum Brabant,  de sable, au lion d'or, armé et lampassé de gueules. Den August 1787 goufen dës Faarwe verbueden. Se dauchen awer net laang duerno erëm op, an zwar am Dezember 1789 bei der Brabanter Revolutioun, déi schliisslech zur Grënnung vun den États-Belgiques-Unis gefouert huet.

A Gesetzestexter vun där Republik, déi net laang iwwerlieft huet, ass näischt iwwer de Fändel erëmzefannen. Et ass just gewosst datt op den Uniformen, Cocarden, a militäreschen Emblemen d'Faarwe vum Brabant gedroen goufen, sou hunn z. B. 1814 op der Versammlung vun de belschen Departementer dChevau-légers vum Grof van der Burch eng dräifaarweg Cocarde an de brabanter Faarwe gedroen.

De 26. August 1830 sinn no der Opféierung vun der Muette de Portici-Oper am Monnaie Theater zu Bréissel Onrouen ausgebrach. Iwwerall huet een d'Faarwe vum Brabant gesinn. Wéi 1789 bei der Brabanter Revolutioun, goufen déi orange Fändele vun Holland an déi franséisch Tricolore erofgerappt.

De Lucien Jottrand, Éditeur vum Courrier des Pays-Bas, soll den Ustëfter gewiescht sinn. Hien huet den Affekot Ducpétiaux ugestallt, e Fändel mat de Faarwe vum Brabant ze maachen.

Dësen huet zesumme mat engem gewësse Van Hulst Material kaaft an eng Néiesch fonnt, um Eck vun der Rue de la Colline mat der Rue du Marché aux Herbes, déi déi zwéin éischt belsche Fändelen zesummegebutt huet.

Dës Aarbecht kann een op engem Bild vum E. Vermeersch gesinn. Dat hänkt am Musée Royal de l'Armée et d'Histoire Militaire zu Bréissel. Et ass een Uelegbild op Léngen, den héije Wee 90 x 125 cm.

Vun dëse Fändelen ass deen een um Stadhaus ogehaange ginn, an deen zweete gouf vun engem Detachement vun der Biergergarde duerch d'Stroosse gedroen.

Déi éischt Fändele ware rout, giel, schwaarz, an d'Faarwe waren dem laange Wee no.

Dat éischt Dokument an deem offiziell vun den dräi Faarwe riets geet, ass e Reglement vum 30. September 1830 an deem steet: La Garde urbaine de Bruxelles continuera de porter les couleurs brabançonnes, rouge, jaune et noir. Déi belsch Tricolore ass du ganz séier an der ganzer Belsch ugeholl ginn. De 27. Oktober 1830 huet déi provisoresch Regierung en Dekret erausginn an deem festgehale gouf: la cocarde nationale, rouge, jaune et noire, sera portée par toute l'armée.

Op eng Informatioun vun der Marine, datt de belsche Pavillon an den engleschen Häfe respektéiert géif, huet d'Regierung den 23. Januar 1831 en Arrêté iwwer de Pavillon geholl mat dem Text: Le pavillon belge est rouge, jaune et noir. Les couleurs seront placées verticalement. D'Zeechnung déi bei deem Text war weist e Fändel dee praktesch véiereckeg ass, mat de Faarwe parallel mat der Fändelsstaang, just an der Reiefolleg schwaarz, giel, rout.

Nodeem den Nationalcongress de 7. Februar 1831 d'Konstutioun ugeholl hat, war d'Reiefolleg vun de Faarwen awer nach ëmmer déi al. Eng Instructioun vum Departement vun der Marine vum 15. September 1831 an eng Depêche vum Inneministère gläich duerno vum 12. Oktober preziséieren datt déi schwaarz Faarf laanscht der Fändelsstaang sollt sinn. Domat war d'Reiefolleg vun de Faarwe vum Fändel um Land an op Séi gläichgeschalt. Bis 1838 gouf de Fändel an den zwou Fassongen, d. h. horizontal a vertikal, gebraucht.




#Article 431: Fändel vu Lëtzebuerg (603 words)


De Lëtzebuerger Fändel besteet aus dräi horizontale Sträifen an de Faarwe rout, wäiss a blo an ass a senger haiteger Form am Joer 1972 agefouert ginn. En ass bal mam hollännesche Fändel identesch, ausser datt d'Verhältnes Längt/Breet en anert ass an déi blo Faarf méi hell ass.

Horizontal, dräi Sträifen: rout, wäiss, hellblo.

De Règlement Grand-Ducal vum 27. Juli 1993 leet d'Faarwe follgendermoosse fest:

D'Faarwe vum lëtzebuergesche Fändel si méiglecherweis fir d'éischt wärend der belscher Revolutioun (1830/39) opgedaucht. Si se vum Wope vum Heinrich V., Jong vun der Gräfin Ermesinde a vun hirem zweete Mann, aus dem Haus Limburg, iwwerholl ginn: zum roude Léif op engem sëlwerege Feld (= wäiss Faarf) sinn nach blo Sträifen dobäi komm, fir ze weisen, datt den Heinrich V. net den Eelsten am Haus Limburg war. Déi horizontal dräifaarweg Andeelung ass den 12. Juni 1845 festgehale ginn.

Et huet bis den 23. Juni 1972 gedauert, ier d'Gesetz iwwer de lëtzebuergesche Fändel agefouert gouf. Doranner goufen och de Fändel/Schëld fir Schëffer a Fliger preziséiert.

De Wope vu Lëtzebuerg ass eng Adaptatioun vum Wope vum Herzogtum vu Limburg. Dësen hat aus engem wäisse/sëlwer Schëld an engem roude Léiw bestanen. Den Heinrich V. vu Lëtzebuerg, Jong vum Walram III. vu Limburg, huet dësen dann, fir e vu sengem Papp a sengem Hallef-Brudder hiren z'ënnerscheeden, verännert andeems e warscheinlech d'Faarwe vum Banner (giel a rout Sträifen) vun den ale Grofe vu Lëtzebuerg ëmgeännert a mat dem roude Léiw kombinéiert huet.

De roude Léiw ass zanter 1972 den offizielle Fändel (Pavillon) fir all Schëffer (ob se op engem Floss, Kanal oder um Mier fueren) a Fliger, déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn. En ass direkt ofgeleet vum Wope vun der groussherzoglecher Famill. De Roude Léiw um Wope vun der Stad Lëtzebuerg gesäit e bëssen anescht aus, deen huet kee gespléckte Schwanz an och keng gëlle Krallen an Zong.

De 5. Oktober 2006 huet den Deputéierte Michel Wolter eng Gesetzpropositioun an der Chamber agereecht fir den aktuellen Nationalfändel (rout-wäiss-blo) duerch de Pavillon Maritime (Roude Léiw) z'ersetzen. En argumentéiert, datt den aktuelle Fändel reegelméisseg mat dem hollännesche Fändel verwiesselt géif an datt de Roude Léiw anerersäits méi populär, méi ästetesch an historesch méi bedeitend wier. Vill national Politiker (dorënner Leit un der Spëtzt vum Wolter senger eegener Partei CSV) a Perséinlechkeeten hu sech an der Press verwonnert gewisen, wat d'Noutwennegkeet an den Zäitpunkt vun dëser Ännerung ugeet. Déi eenzeg politesch Partei, déi sech fir dës Initiativ ausgesprach huet, war d'ADR.

De 24. Oktober huet eng privat Initiativ mam Numm Initiativ Roude Léiw op enger Pressekonferenz erkläert, dem Michel Wolter säi Projet op enger net-politescher Basis z'ënnerstetzen. Hir éischt Aktioune sollten d'Verdeele vu Roude-Léiw-Autocollante sinn, an dat op eng Petitioun an enger Internet-Ëmfro hin.

Zanterhier goufen eng Zuel Parodië vun dëser Initiativ mat méi oder manner Erfolleg kreéiert, zum Beispill dInitiativ Schwaarzt Rëndvéi.

Méi seriös gemengt war dInitiativ Roud-Waiss-Blo déi fir den Erhalt vun der Trikolor agetrueden ass.

Den 12. Februar 2007 huet dInitiativ Roude Léiw dem Chamberpresident Lucien Weiler hir Petitiounslëscht mat 26.600 Ënnerschrëften iwwerreecht, déi zanter dem 23. Oktober 2006 iwwer Internet oder Lëschten am ganze Land gesammelt goufen.

Et koum schlussendlech zu engem Gesetzprojet, deen déi zwéi Fändelen als Nationalfändel virgeséich, deen awer vum Staatsrot staark kritiséiert gouf. Zanterhier ass et roueg ginn ëm de Projet, wéi och ëm déi ganz Initiativ. De Michel Wolter ass zanter dem 15. Abrëll 2009 Administrateur vun der net-politescher Initiativ Roude Léiw a sicht no roude Léiwen an der ganzer Welt.

Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 15. Februar 1982 ass eng Kokard fir d'Militäraviatioun festgeluecht ginn.

D'AWACS Loftopklärer vun der NATO, déi zu Lëtzebuerg immatrikuléiert sinn droen dës Kokard.




#Article 432: Octavie Modert (153 words)


DOctavie Modert, gebuer de 15. November 1966 zu Gréiwemaacher, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).

No hirer Première am Iechternacher Lycée huet d'Octavie Modert Droit op der Université Robert Schuman vu Stroossbuerg studéiert an 1991 e Master of Arts in European Studies op der Universitéit vu Reading gemaach.

Si huet kuerz fir d'Parlamentsfraktioun vun der CSV geschafft an ass 1992 an de Staatsministère gewiesselt. 1998 gouf si zur Generalsekretärin vum Regierungsrot ernannt. Parallel dozou war si d'Kabinettscheffin vum Premier Jean-Claude Juncker. Dat Joer drop gouf si als éischt Fra zu Lëtzebuerg Première conseillère de gouvernement genannt.

Zanter 1986 engagéiert d'Octavie Modert sech an der CSV an hiren Ënnerorganisatiounen, der CSJ an den CSF. 2004 gouf si eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt an 2009, 2013 an 2018 erëmgewielt.

Tëscht November 2009 a Januar 2014 war si, zesumme mam Claude Wiseler, Vizepresidentin vun der CSV.

D'Octavie Modert ass mam Jemp Stronck, Wënzer zu Greiweldeng bestuet.




#Article 433: Horst Frank (309 words)


Den Horst Bernhard Wilhelm Frank, gebuer den 28. Mee 1929 zu Lübeck, a gestuerwen de 25. Mee 1999 zu Heidelberg, war en däitsche Schauspiller.

Den Horst Frank huet zu Hamburg d'Schauspillschoul besicht.

No der Schauspillschoul huet en zu Lübeck, Bonn, Baden-Baden, Basel a Wuppertal Theater gespillt.

Seng éischt Filmroll hat hien 1957 am Krichsfilm Der Stern von Afrika.

Duerno huet en nach a weidere Krichsfilmer wéi Haie und kleine Fische an Hunde, wollt ihr ewig leben matgespillt.

Hie war vun Ufank un op d'Roll vum Béisen a senge Filmer festgeneelt, sou huet en e Mäerder an de Filmer Das Mädchen vom Moorhof, nom Roman vun der Selma Lagerlöf, an am Kriminalfilm Der Greifer duergestallt.

Hien huet awer net nëmmen an däitsche Filmer matgewierkt, a Frankräich huet hien ënner sou bekannte Regisseure wéi Georges Lautner, Claude Autant-Lara an Henri Decoin gespillt.

Am italieenesche Film konnt een den Horst Frank och dacks gesinn. Hien huet net nëmme Rollen a Krimien an a Krichsfilmer gespillt, haaptsächlech war en a Spaghetti-Western ze gesinn.

Als Filmpartner hat hie sou bekannt Schauspiller wéi Karl Malden, Carroll Baker, Lee van Cleef, Hardy Krüger, Geraldine Chaplin an Hans Albers.

An de 70er Jore war den Horst Frank reegelméisseg op der Televisoun ze gesinn, an dat besonnesch a Fernseeserië wéi Der Kommissar, Der Alte, Derrick oder Tatort.

Dräi Deeg viru sengem 70. Gebuertsdag, de 25. Mee 1999 owes géint néng Auer ass den Horst Frank an der Heidelberger Universitéitsklinik gestuerwen. 

Den Horst Frank war véiermol bestuet, fir d'lescht mat der Schauspillerin Brigitte Kollecker. Aus sengem éischte Bestietnes stammt ee Jong. Mat senger zweeter Fra, der Schauspillerin Chariklia Baxevanos hat hien e Meedchen.

Jung-Dracula

In der Vampirerei
....
bin ich ein Kuckucksei,
mir fehlt die richt'ge Lust
und auch der Schmiß -
selbst wenn es zwölfe schlägt
kein Appetit sich regt
nach einer Mädchenbrust
und einem Biß -
....




#Article 434: Jean-Pierre Jeunet (103 words)


De Jean-Pierre Jeunet gebuer den 3. September 1953 zu Roanne, (Loire), ass e franséische Filmregisseur a Dréibuchauteur.

Mam Marc Caro zesummen huet de Jean-Pierre Jeunet seng éischt Erfolleger am Kino gefeiert. Delicatessen a La Cité des enfants perdus sinn duerch hire Stil an hir Geschicht opgefall. Déi Filmer hunn aus dem Alldeeglechen eppes fantastesches gemaach.

D'Weeër vum Caro a Jeunet hu sech getrennt, wéi Hollywood dem Jeunet ugebueden hat, eng Suite zu Alien ze dréien.

Mat Le fabuleux destin d'Amélie Poulain huet de Jeunet e Film gedréint, deen net nëmmen originell ass, deen awer och nach e ganz grousse Succès am Kino hat.




#Article 435: Napoleon Bonaparte (2873 words)


Den Napoleon Bonaparte (eigentlech Napoleone Buonaparte, korsesch och Nabulione), 15. August 1769 - 5. Mee 1821, war e Generol vun der Revolutioun an huet Frankräich zanter 1799 dirigéiert, fir d'éischt als Éischte Konsul, respektiv als Konsul op Liewenszäit, an dunn, vun 1804 bis 1815, als Keeser vun de Fransousen. Hien huet, am Kontext vun de Koalitiounskricher géint Frankräich, duerch säi militäresche Genie ee groussen Deel vum kontinentalen Europa ënnerworf an ënner der Leedung vu Frankräich nei organiséiert. Dobäi huet en zu engem gudden Deel op seng Geschwëster zréckgegraff, fir d'Tréin vun enger Rëtsch vu Länner nei ze besetzen.

Säi Spëtznumm bei sengen Zaldote war le petit caporal, d'Englänner hunn en Oger genannt, an am Département des Forêts war de Bonaparte als Bounepaart bekannt, een Numm dee besonnesch fir d'Goldmënz mat sengem Kapp gebraucht gouf.

Den Napoleon Bonaparte ass zu Ajaccio op der Insel Korsika op d'Welt komm, kuerz nodeem d'Republik Genua 1768 de Fransousen d'Insel ofgetrueden hat. Seng Famill war aus dem klenge korseschen Adel, deen dunn an de franséischen Adel integréiert gouf, an dat erkläert firwat den Napoleon, grad wéi och deen een oder anere vu senge Bridder, a kinnekleche Militärschoulen (Brienne, Autun...) am kontinentale Frankräich studéiere konnt.

Uganks ass sech den Napoleon Bonaparte, deemools nëmmen néng Joer al, um Kontinent zimmlech friem virkomm. Hie war ee gudde Schüler, besonnesch an der Mathematik, mee hie gouf wéinst sengem Accent vu senge Kamerode gehänselt an huet no Korsika an no senger Famill verlaangert. Hien huet schliisslech d'Artillerie als Spezialitéit gewielt. 1787 gouf hie Lieutenant en second zu Valence (haut am Departement Drôme). Wéi d'Revolutioun 1789 ausgebrach ass, war hie grad am Congé doheem zu Ajaccio. Hien huet dee Moment d'Paolisten ënnerstëtzt, déi versicht hunn, eng onofhängeg konstitutionell Monarchie nom Virbild vun England opzebauen. Zréck um Kontinent gouf den Napoleon Bonaparte 1792 Offizéier an der Garde nationale. Mä d'Hiriichtung vum Kinnek Louis XVI. huet alles op d'Kopp geheit. Et koum zum Biergerkrich, an d'Famill Bonaparte huet, wéinst de chaotesche Verhältnesser a Korsika, d'Insel musse verloosse, fir sech um Kontinent a Sécherheet ze bréngen. Den Napoleon Bonaparte huet dee Moment d'Revolutioun ënnerstëtzt (hie war iwwregens mam Brudder vum Maximilien de Robespierre befrënnt) a gouf 1793 als Artilleriecapitaine op Toulon geschéckt, dat sech den Englänner erginn hat. De Plang, deen hien dem Dugommier ënnerbreet huet, huet et de Revolutiounstruppen erlaabt, de Royalisten an den Englänner d'Hafestad nees ofzehuelen, an den Napoleon Bonaparte gouf zum Generol befërdert. Wéinst senge relativ enke Relatioune mat de Jakobiner, koum den Napoleon Bonaparte, no der Chute vum Robespierre (9. Thermidor Joer II), kuerzzäiteg an de Prisong.

Nodeem den Napoleon Bonaparte nees op fräiem Fouss war, krut hien, duerch d'Hëllef vum Barras, en neit Kommando zu Paräis, wou en dunn ee royalisteschen Opstand géint de Regime vun der Konventioun am Joer 1795 néierschloe konnt.

Duerch säi klore Verstand a seng Kapazitéit, dat Essentiellt vu militäreschem Wësse séier z'absorbéieren, huet hien de verstäerkten Asaz vun der Artillerie als Ënnerstëtzung vun der Infanterie agefouert. Als Commandant en Chef vun der Italien-Arméi, huet hien d'Éisträicher e puermol geschloen. Wärend dësem Feldzuch huet den Napoleon (wéi all Genereel vun der Revolutioun) den éischten Telekommunikatiounssystem benotzt, de Chappe-Telegraph. Éisträich huet misse kapituléieren, an et koum zum Traité vu Campo-Formio (1797). Duerch deen Traité hunn d'Éisträicher, ë. a., offiziell op déi südlech Nidderlanden zu Gonschte vu Frankräich verzicht, deemno och op d'Herzogtum Lëtzebuerg, dat souwisou scho 1794 vu Frankräich besat gi war a 1795 gréistendeels zum Département des Forêts ëmgebilt gi war.

Am Joer 1798 huet de Regime vum Directoire sech lues a lues Suerge wéinst der Popularitéit vum Generol Napoleon Bonaparte gemaach. Dofir huet en decidéiert, hie wäit ewech vu Paräis an Egypten ze schécken, fir do den Englänner de kuerze Wee an hir indesch Kolonien ze spären. Als Jong vum Zäitalter vun der Opklärung huet den Napoleon awer och eng ganz Rei vu Wëssenschaftler a Kënschtler op déi Expeditioun matgeholl, an dat erkläert firwat et kuerz duerno zu enger wëssenschaftlecher Egyptologie komme konnt. Zu den Entdeckungen zielt de Stee vu Rosetta, mat deem d'Hieroglyphen konnten entschësselt ginn. D'Campagne a Syrien gouf duerch d'Pescht verhënnert an huet missen ofgebrach ginn; an d'franséisch Flott gouf bal komplett virun Abukir an Egypten vun den Englänner ënner dem Nelson zerstéiert.

De Generol N. Bonaparte, dee sech stänneg och Suergen ëm d'politesch Situatioun a Frankräich gemaach huet, huet dunn de Kommando vun der Egypten-Arméi un de Kléber ofginn, an ass zréck no Frankräich geseegelt. Dem Kléber seng Arméi, allerdéngs, huet den 31. August 1801 musse kapituléieren, nodeem 13.500 vu sengen Zaldote gefall waren, an huet de Wee no Frankräich ugetrueden.

An Europa koum et dee Moment zu enger neier Koalitioun géint Frankräich, an d'Royalisten hunn op en Neits een Opstand versicht. De Generol Bonaparte huet, mat Ënnerstëtzung vu Kreesser, déi nees Uerdnung am Land wollten, d'Muecht mam Staatsstreech vum 18. a 19. Brumaire u sech gerappt, wat zu engem neie Regime gefouert huet, dem Consulat, an deem de Bonaparte Éischte Konsul (vun dräi) gouf, e wéineg méi spéit, Consul à vie mam Recht, säin Nofollger ze bestëmmen. De Prinzip vun enger neier Monarchie huet sech um Horizont profiléiert...

De Bonaparte huet eng ganz Rei vu wichtege Reformen am Schoulwiesen (Lycéen, spéider d'Universitéit), an der Justiz, an de Finanzen (Steierwiesen, Banque de France an de franc germinal, deem säi Wäert bis 1914 konstant blouf) an an der Verwaltung duerchgesat, Reformen, déi bis haut weiderliewen, och a Länner oder Gebidder, déi deemools zu Frankräich gehéiert hunn oder ënner franséischem Afloss stoungen. Seng gesammelt zivil Gesetzer, déi ë. a. vum Cambacérès verfaasst goufen, sinn als Code Napoléon 1804 an d'Geschicht agaangen. Dëse Code civil huet d'Synthees vun all deem gemaach, wat fir positiv befonnt gouf, souwuel an den Traditioune vum Ancien Régime wéi an de Prinzipien a Gesetzer vun der revolutionärer Ära. Dee Code civil ass bis haut d'Basis vum Zivilrecht a Frankräich, an der Schwäiz, an der Belsch, zu Lëtzebuerg...

De Bonaparte huet, als Meeschter vum Konsulat, och fir Fridden um reliéise Plang gesuergt. Zanter der Nationaliséierung vun de Kierchegidder an der éischter Phas vun der Revolutioun, waren d'Fransousen ideologesch nämlech an zwee Lager gespléckt. Fir d'Situatioun ze berouegen huet de Bonaparte dem Poopst Pius VII. de Konkordat vun 1801 opgezwongen, an deem de Katholizismus nach just als Relioun vun der Majoritéit vun de Fransousen unerkannt gouf - a bewosst net als Staatsrelioun, wéi de Poopst et gär gehat hätt - , mä an deem och festgehal gouf, datt déi héich Geeschtlech hir Nominatioun wuel nach vum Poopst kriten, mä net ouni Awëllegung vum Staat. Iwwerhaapt sollten déi Geeschtlech vum Staat kontrolléiert, awer och bezuelt ginn - ee Regime, deen a Frankräich bis 1905 gedauert huet (Trennung vu Kierch a Staat), an zu Lëtzebuerg bis 2016. De Bonaparte huet natierlech déi verschidde reliéis Minoritéiten net vergiess, a sou goufen och d'Protestanten definitiv als gläichberechtegt Bierger unerkannt, deenen hir Paschtéier och vum Staat finanzéiert goufen; a mat der Zäit ass och de Statut vun de Judde gereegelt ginn.

Wéi de Bonaparte am Kader vum Konsulat bis un der Muecht war, wollt hien am Fong soss näischt, wéi ee Schlussstréch ënner d'Revolutioun zéien, a Frankräich a sengen neie Grenzen zur Rou bréngen a verwalten. Mä verschidden europäesch Muechten, virop England an Éisträich, déi ni acceptéiert hunn, datt d'Monarchie a Frankräich gestierzt gi war an datt d'Land mëttlerweil um europäesche Kontinent eng hegemonial Politik bedreiwe konnt, hunn ëmmer nees versicht Allianze géint Frankräich opzestellen. Dofir huet de Konsul Bonaparte net gezéckt, fir souwuel d'Éisträicher wéi d'Englänner militäresch ze klappen, an duerno den Traité vu Lunéville (1801) mat Éisträich a den Traité vun Amiens (1802) mat England z'ënnerschreiwen. Domat war Fridden an Europa, mä leider nëmme provisoresch, well d'Hegemonialmuecht Frankräich nach ëmmer net acceptéiert gouf, a besonnesch England, dat als Inselstaat net sou liicht an d'Knéien ze zwénge war, huet sech un allen zukënftegen Allianzen (Koalitiounen) géint Frankräich bedeelegt.

Well d'Revolutioun d'Sklaverei ouni eescht Virbereedung ofgeschaaft hat, koum et an de franséische Karibikkolonien zu onméiglechen Zoustänn. Déi fréier Sklaven, déi sech iwwerlooss waren, hu geraubt a randaléiert, an an der Kolonie Saint-Domingue gouf d'Onofhängegkeet ausgeruff. Dofir huet de Konsulat eng Arméi ënner dem Capitaine général Leclerc an d'Karibik geschéckt, fir d'Uerdnung nees hierzestellen. No e puer Succèsen, sou wéi d'Arrestatioun vum Fräiheetskämfer Toussaint Louverture († 7. Abrëll 1803 am Fort de Joux), gouf d'Arméi, déi d'Metropol ausgeschéckt hat, allerdéngs vum Gielféiwer deziméiert. Kuerz duerno huet de Konsulat déi riseg Louisiane (net ze verwiesselen mam haitege Gliddstaat Louisiana) un d'USA verkaaft.

De 24. Dezember 1800 sollt eng machine infernale, deemno eng Bomm, an der rue Saint-Nicaise de Bonaparte aus der Welt schafe. Mä d'Bomm goung réischt lass, wéi dem Éischte Konsul seng Kutsch scho laanscht gefuer war, an dem Bonaparte ass näischt geschitt. Op der Plaz selwer goufen allerdéngs eng 10 Doudeger gezielt. De Fouché, zu där Zäit Minister vun der Police, huet genuch Beweiser fonnt, fir de Royalisten d'Attentat unzehänken, obwuel de Bonaparte selwer iwwerzeegt war, datt et e Wierk vun de Jakobiner war. Wéinst der royalistescher Oppositioun, huet de Bonaparte sech gezwonge gesinn, en eendeitegt Beispill ze statuéieren. Dofir huet hien den Duc d'Enghien, eng Haaptfigur vun der royalistescher Oppositioun, déi sech am däitsche Staat Baden exiléiert hat, entféieren an, no engem total onfaire Prozess, zu Vincennes hiriichte gelooss, wat him den europäeschen Adel ni verzeie konnt.

Nodeem den Napoleon säin Afloss op d'Schwäiz an op Däitschland (vgl. Rhäinbond!) ausgebreet hat, hunn d'Englänner e Sträit ëm Malta, dat eigentlech dem Malteserurde gehéiert huet, als neie Pretext benotzt, fir Frankräich 1803 nees de Krich z'erklären.

Den 2. Dezember 1804 huet de Bonaparte sech an der Kathedral Notre-Dame vu Paräis, a Presenz vum Poopst Pius VII., selwer zum Keeser vun de Fransouse gekréint. Wéi hie selwer sot, huet en sech net als Nofollger vun de Kinneke vu Frankräich betruecht, mee als Nofollger vum Keeser Karel dem Groussen. Dofir huet en och net Reims als Kréinungsuert gewielt, mä d'Haaptstad vu Frankräich.

Den Napoleon war iwwerzeegt, datt e laangfristege Fridden nëmme kéint erreecht ginn, wa Groussbritannien neutraliséiert wier, a sou huet hie mam Admiral Latouche-Tréville un engem Plang fir eng Invasioun vun England geschafft. Dës Initiativ goung awer séier op en Enn, nodeem den Admiral Nelson an der Schluecht vun Trafalgar (viru Cadix) déi franséisch-spuenesch Flott ënner dem Villeneuve geschloen hat. Vun deem Moment un huet England d'Weltmierer wärend dem ganzen 19. Joerhonnert dominéiert.

Nodeem den Napoleon gesouch, wéi d'Englänner mat de franséischen Handelsschëffer emgounge, mam Zil de Kolonialhandel vu Frankräich futti ze maachen, huet hie probéiert eng Kontinentalspär (blocus continental) géint d'Britten op d'Been ze stellen, fir dem Handel an der Industrie vum Vereenegte Kinnekräich ze schiedegen. Hien huet Spuenien eruewert a säi grousse Brudder Joseph do op den Troun gesat. Eng Partie vun der spuenescher Bevëlkerung, opgehetzt duerch Paschtéier, huet ee reegelrechte Guerillakrich géint d'Fransouse geféiert. D'Britten, déi iwwer Portugal koumen, sinn 1808 a Spuenien agedrong an hunn d'franséisch Besetzer verdriwwen. Wärend déi bescht franséisch Truppen a Spuenien hungen, huet Éisträich dovu profitéiert, fir d'Fransousen an Däitschland unzegräifen. D'Éisträicher goufen awer an der Schluecht vu Wagram (1811) definitiv geschloen.

Den Zar Alexander, dee vum pro-brittesche russeschen Adel a vun der Handelsbourgeoisie ënner Drock gesat gouf, huet refuséiert mam Napoleon ze kooperéieren, wéi et drëms goung, d'Blokad géint England z'ënnerstëtzen an domat dem Vereenegte Kinnkräich den Doudesstouss ze versetzen. Also ass den Napoleon 1812 géint Russland lassmarschéiert. D'Russen, ënner dem Kutusow, hunn no der Taktik vun der verbrannter Äerd gekämft an hunn sech deemno ëmmer nes virun der Grande Armée zréckgezunn. D'Schluecht vu Borodino, den 12. September 1812, hat kee klore Gewënner: wann d'Russen de Fransousen d'Feld hu missen iwwerloossen, sou haten dach béid Säite grouss Verloschter.

Een Dag nodeem sech déi franséisch Truppen zu Moskau néiergelooss haten, hunn d'Russen d'Stad a Brand gestach an den Napoleon, matzen am Wanter, zum Réckzuch gezwongen. Et gouf e ganz schwéiere Réckzuch, mat riesege Verloschter, duerch déi polnesch an däitsch Gebidder zréck a Frankräich. Vun de 500.000 Männer, déi un der Campagne deelgeholl haten, sinn der nëmmen e puer Zéngdausend iwwer de gefruerene Floss Beresina komm. Dës Nidderlag huet villen aneren europäesche Kinneksheiser Mutt gemaach, a si hunn nees zu de Waffe géint den Napoleon gegraff, deen 1813 d'Schluecht vu Leipzig, och Vëlkerschluecht genannt, verluer huet. De Russlandfeldzuch war ganz kloer den Ufank vum Enn vum Napoleon senger Aventure.

An der Nuecht vum 12. op den 13. Abrëll huet den Napoleon Gëft geholl, fir sech ëmzebréngen, mä entweder huet säi Mo rebelléiert, oder d'Gëft huet net gewierkt. Wéi och ëmmer, den Napoleon huet iwwerlieft.

Am Traité vu Fontainebleau gouf d'Insel Elba als säin Exil designéiert. Hien huet zwar de Keesertitel dierfe behalen, mä hien huet nëmme méi iwwer dës kleng Insel virun der toskanescher Küst regéiert.

A Frankräich ass de Louis XVIII., Brudder vum Louis XVI. an nächste legitimen Troufolger, un der Spëtz vum Land restauréiert ginn. Dem Napoleon säin Ierwen, den Napoleon II., ass natierlech nëmme vun de Bonapartisten unerkannt ginn, mee net vun den europäesche Muechten (inklusiv dat restauréiert Frankräich), déi just virdrunn, am Kader vum Wiener Kongress (1814/15), décidéiert haten, wéi ë. a. Frankräich souwäit wéi méiglech a sengen ale Limitte restauréiert géif ginn. De jonke Roi de Rome gouf deemno écartéiert an do vergiess, wou seng Mamm, d'Marie-Louise vun Éisträich, sech mat himm rerett hat: zu Wien, wou en dunn 1832 mat eenanzwanzeg Joer stierwe sollt. Well déi nei franséisch Regierung no enger kuerzer Zäit refuséiert huet, dem Napoleon seng versprache Pensioun auszebezuelen, well eeschtzehuele Rumeuren vun engem fir d'europäesch Muechte méi sécheren Exil, wäit ewech op enger Insel am Südatlantik, geschwat hunn, a well den Napoleon stänneg Informatiounen aus Frankräich krut, no deenen d'Vollek net besonnesch frou mat den neie royalisteschen Autoritéite wier, huet den Napoleon am Mäerz 1815 onopfälleg Elba op engem Schëff a mat enger klenger Trupp verlooss, fir bei Juan-les-Pins u Land ze goen. Vun do aus ass en iwwer Grenoble op Paräis marschéiert. Déi prinzipiell kinnekstrei Truppen, déi vum Louis XVIII. geschéckt gi ware, fir hie festzehuelen, hu sech, wéi se bis virun hirem fréiere Keeser stoungen, desëm mat groussem Enthusiasmus ugeschloss, an den Napoleon huet sech nees zu Paräis am Palais des Tuileries néiergelooss (de Louis XVIII. war Hals iwwer Kapp op Gent geflücht).

Dës Period, déi schliesslech knapps méi wéi honnert Deeg gedauert huet, ass ënner dem Numm les Cent-Jours an d'Geschicht agaangen. Den Napoleon hat nämlech direkt nees ganz Europa géint sech, an trotz quasi-liberale Reformen am Land an e puer militäresch Erfollger géint déi alliéiert Arméien, konnt hie sech net desisiv behaapten: seng Arméi gouf schlussendlech an der Schluecht vu Waterloo (südlech vu Bréissel), den 18. Juni 1815, geschloen, an dës Nidderlag war dat definitiivt Enn vum Premier Empire.

Den Napoleon huet sech deem Land erginn, dat ni opgehal hat, Koalitioune géint hien op d'Been ze setzen: England. No enger leschter Nuecht op franséischem Buedem, op der Île d'Aix, gouf hie, mat enger Grupp vu Getreien, op d'Insel Sankt-Helena bruecht. Do huet hien ë. a. seng Mémoiren diktéiert. An der zweeter Hallschent vum Abrëll 1821 huet hie säin Testament geschriwwen. Den Napoleon ass de 5. Mee 1821, mat nëmmen zweeafoffzeg Joer gestuerwen. Seng lescht Wierder waren entweder « ...France, ...armée, ...Joséphine. », oder, no de Mémoire vun deem engen oder aneren Zeien aus senger Suite, « ...tête, armée... Mon Dieu ! ».

Den Napoleon hat sech den 9. Mäerz 1796 mat der siwwe Joer méi aler Witfra Joséphine de Beauharnais, gebuer Tascher de la Pagerie, bestuet. No senger Scheedung, well d'Joséphine himm keen Ierwe konnt schenken, huet en sech op en Neits mat der Keeserduechter Marie-Louise vun Éisträich bestuet, mat där hien dunn ee Jong krut: de François Charles Joseph Napoleon Bonaparte (1812-1832), dee bei senger Gebuert als roi de Rome betitelt gouf. Den Napoleon ass ausserdeem de Papp vun op d'mannst zwee illegitime Kanner gewiescht: vum Grof Charles Léon (1806-1881), Jong vun der Catherine Éléonore Denuelle de la Plaigne (1787-1868)), a vum Alexandre Florian Joseph Colonna, Grof Walewski (1810-1868), Jong vun der Maria Walewska (1789-1817), déi 1807 dem Napoleon seng Maîtresse gi war an 1816 mam Generol d'Ornano bestuet gouf.

Den Napoleon hat gefrot fir um Ufer vun der Seine an an der Mëtt vun de Fransouse, begruewen ze ginn. Tatsächlech hat hien och vill gemaach, fir d'Haaptstad Paräis ze verschéineren a méi sécher ze maachen, respektiv besser ze versuergen (vgl. Arc de triomphe, colonne Vendôme, église de la Madeleine, rue de Rivoli, pont des Arts, canal de l'Ourcq...); mä wéi hien 1821 gestuerwen ass, gouf hien op Sankt-Helena begruewen, op enger Plaz, déi nach haut offiziell als franséischen Territoire gëlt. 1840, ënner der Monarchie de Juillet, goufe seng stierflech Iwwerreschter vun enger Expeditioun ënner der Leedung vum Prince de Joinville, dem drëtte Jong vum Kinnek Louis-Philippe I., quasi am Triumph rapatriéiert an zu Paräis ënner dem Invalidendoum an engem monumentale Sarkophag bäigesat.

Den Napoleon Bonaparte war vum 9. bis den 10. Oktober 1804 am Département des Forêts. Den 9. Oktober koum hie vun Tréier iwwer Waasserbëlleg an Nidderaanwen an d'Stad Lëtzebuerg. Bei sengem Empfank virun der Festung krut hien d'Schlëssele vun der Stad iwwerreecht, déi hien awer net ugeholl huet, dofir awer sot: Si sinn a gudden Hänn, déi vun der Muttergottes (Notre-Dame de Luxembourg). D'Nuecht huet den Napoleon am haitege groussherzogleche Palais verbruecht huet. Den Dag drop ass hie vu Lëtzebuerg iwwer Lonkech op Paräis gezunn.




#Article 436: Tucker '48 (152 words)


Den Tucker '48 ass en Autosmodell, deen 1948 vum Preston Tucker produzéiert gouf.

Schonn an den 30er-Joren huet de Preston Tucker gehollef, dem Harry Miller Rennautoen z'entwéckelen, déi zu Indianapolis munnech Coursse gewonnen hunn. Mä nom Zweete Weltkrich huet hie misse waarde bis datt e mat finanzieller Ënnerstëtzung eng Hal loune konnt, an där am Krich Dodge Fligere gebaut huet. Den Tucker, sen Alex Tremulis an den J. Gordon Lippincott wollten dee beschten a modernsten Auto bauen. 1948 waren 51 Tucker '48 oder Tucker Torpedo, wéi en an der Promotiounszäit genannt gouf, gebaut.

Et war fir déi Zäit e revolutionären Auto:

Vun den 51 Ween, déi gebaut goufen, gëtt et der haut nach 47. Een ass bei engem Halebrand futti gaangen, en aneren ass verbrannt, en drëtten ass no engem Accident verschwonnen.
Déi meescht stinn an Autosmuséeën.
Fir de Film Tucker The Man And His Dream goufen 22 original Tucker '48 benotzt.




#Article 437: Jacques Demy (246 words)


De Jacques Demy ass de 5. Juni 1931 zu Pontchâteau an der Loire-Atlantique a Frankräich op d'Welt komm. Hien ass de 27. Oktober 1990 zu Paräis un enger Gehierbluddung gestuerwen. Hie war e franséische Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur, Dialogist a Produzent. E war mat der Agnès Varda, enger franséischer Filmregisseurin bestuet. De Schauspiller Mathieu Demy ass dem Jacques Demy säi Jong..

D'Agnes Varda huet als Erënnerung un hire Mann dräi Filmer gedréint: Jacquot de Nantes (1991), Les demoiselles ont eu 25 ans (1993) a L'univers de Jacques Demy (1995).

Mat dem Film Lola huet de Jacques Demy der Schauspillerin Anouk Aimée e Monument gesat.

De Film Les parapluies de Cherbourg huet iwwerrascht, de ganze Film gëtt nëmme gesongen. D'Musek zu den Dialogen huet de Michel Legrand geschriwwen.

Säi nächste Film Les demoiselles de Rochefort ass en Hommage un damerikanesch Museksfilmer aus de 50er Joren awer duerch de Brëll vun engem Fransous gekuckt.

En aussergewéinleche Mäerchefilm ass Peau d'Ane (nom Charles Perrault), vum Sujet hier vläicht net ganz gelongen, dofir sinn d'Fotoen, d'Dekoren an d'Kostümer einfach fantastesch a wonnerschéin.

The Pied Piper spillt och an der Mäerchewelt, am Contraire vu Peau d'Ane ass deese Film awer ganz omheemlech a voll Raten an däischter Persounen.

Mat Une chambre en ville beweist de Jacques Demy erëm eng Kéier datt hien et verstanen huet d'Schauspillerinne vun hirer schéinster Säit ze weisen. Wann de Film inhaltlech och net ganz gelongen ass, sou gëtt hien der Dominique Sanda eng vun hire schéinste Rollen.




#Article 438: Schluecht beim Trasimeno-Séi (1916 words)


DSchluecht beim Trasimeno-Séi,(ital. lago trasimeno, lat.:trasimenus lagus) war een Evenement am Zweete Punesche Krich bei dem de karthagesche Feldhär Hannibal d'Réimer geschloen huet. Zu der Schluecht koum et am Fréijoer 217. D'Eenzelheete vun der Schluecht sinn eis duerch d'antik réimesch Schrëftsteller Titus Livius a Polybios bekannt. Allerdéngs hu mer keng Quellen, déi dëst Evenement aus karthagescher Siicht erzielen.

D'Punesch Kricher waren e Kampf ëm d'Virherrschaft am Mëttelmier. D'Kontrahente waren d'Punescht Räich mat senger Haaptstad Karthago souwéi d'Réimescht Räich dat zu der Zäit vun dëse Kricher eréischt am Opbau war, an an éischter Linn e Bündnissystem vun der Stad Roum an de Stämm ronderëm war.

Den Éischte Punesche Krich ass op Joer 241 mat der Néierlag vu Karthago an der Schluecht bei den Ägateschen Inselen op en Enn gaangen. Karthago huet domat all hir besate Gebidder op Sizilie verluer. D'Folgen dovu waren, datt Sizilien, Korsika a Sardinien zu réimesche Provënze goufen. Trotz dëser Néierlag konnt Karthago seng Virherrschaft op der Iberescher Hallefinsel ausbauen an huet am Abrëll 218 vun do aus en neie Feldzug géint d'Réimer gestart. De Grond dofir war, datt Karthago d'Fuerderung vun de Réimer, den Hannibal wéinst angeblecher Vertragsverletzung auszeliwweren, ofgeleent huet, a Roum Karthago de Krich erkläert huet.

Fir den Ugrëff op Roum huet den Hannibal de Landwee erausgesicht. Karthagesch Kundschafter hate virdrun d'Gebidder ënnersicht, duerch déi d'karthagesch Arméi zéie misst, a mat de Gallier de fräien Duerchzuch vun der punescher Trupp ausgehandelt. Verschidde keltesch Stämm hate souguer eng Ënnerstëtzung am Kampf géint Roum zougesot. Och de Wee iwwer d'Alpe war fir d'Kundschafter méiglech.

Mat enger Arméi vu 50.000 Mann, 9.000 Reider a 37 Krichselefanten ass den Hannibal iwwer d'Pyrenäe marschéiert, ass weider Richtung Rhône gaangen, huet Südfrankräich hanner sech gelooss an ass warscheinlech am spéiden Oktober 218 bei den Alpen ukomm, an ass a 15 Deeg driwwer gaangen. Den Historiker Nigel Bagnall schätzt, datt dem Hannibal seng Arméi nodeem en iwwer d'Alpe war, nach aus ronn 34.000 Mann bestanen huet. D'Verklengerung vun der Arméi ass net nëmmen op Verloschter duerch kleng Ausernanersetzunge mat réimerfrëndleche Stämm an de strapaziéise Marsch iwwer d'Alpen zréckzeféieren. Eng Rei vun de karthageschen Zaldote sinn op d'Iberesch Hallefinsel zréckgeschéckt ginn, well hire Militärdéngscht eriwwer war, verschiddener hunn desertéiert, aner Zaldote sinn um Wee postéiert ginn.

Dem Hannibal säi Virmarsch war de Réimer bekannt. Well den Hannibal huet misse bis nom Wanter waarde fir iwwer den Apennin ze goen, haten d'Réimer genuch Zäit sech mat zwou Arméien an der Géigend vun de Stied Ariminium (Rimini) an Arretium (Arezzo) ze postéieren. De But vun dëser Opstellung war et, dem Hannibal seng Truppen do ze stellen, fir se mat deenen zwou Arméien an d'Zaang ze huelen. Déi zwou Arméie goufe vun de béide Konsule vun deem Joer, Gnaeus Servilius Geminus a Gaius Flaminius, ugefouert.

Duerch Späher war den Hannibal iwwer de Virmarsch vun de réimeschen Truppen informéiert. Fir der geféierlecher Situatioun z'entgoen, huet hien d'réimesch Strategen op en Neits iwwerrascht. Beim éischten Unzeeche vum Fréijoer ass hie schonn iwwer den Apennin gaangen, laang éier d'Päss sécher waren. Doduerch huet hien eng grouss Zuel vu sengen Zaldoten an all Elefante bis op ee verluer. Nodeems s'en iwwer de Pass war, hunn d'Héichwaasser vun de Flëss an d'Fréijoersiwwerschwemmunge seng Arméi weider geschwächt. Mä d'Iwwerraschung war him gelongen: déi zwou réimesch Arméien, déi nach net asazbereet waren, konnten de Virmarsch net verhënneren, an hunn der karthagescher Trupp missen nolafen, déi sech op de Wee op Roum gemaach huet.

Zu engem éischte kuerze Gefecht tëscht Réimer a Punier koum et schonn beim Floss Flavius. Eng zweet militäresch Konfrontatioun war d'Schluecht op der Trebia. Dat war dem Hannibal seng éischt grouss Victoire iwwer d'Réimer, bei där eng grouss Partie vu réimeschen Zaldoten hiert Liewe gelooss hunn.

No där Victoire huet den Hannibal seng numidesch Reider benotzt fir déi lescht réimesch Bastiounen am Po-Dall z'erueweren an huet mat Victumulae e réimeschen Handelsstëtzpunkt bei Placentia besat. Den Titus Livius erzielt vu grausame Plënnereie vum Hannibal sengen Truppen. Well deen allerdéngs bis dohin éischter eng frëndlech Politik praktizéiert huet, fir d'Réimer op seng Säit ze zéien, gëtt d'Wouerecht vun deem Temoignage vun haitegen Historiker staark ugezweifelt.

De Marsch duerch d'Suppe vum Arno huet den Titus Livus sou beschriwwen:

Etrurien, d'Land tëscht Arno an Tiber, war deemools e wichtege Bündnespartner vu Roum. Et war ausserdeem eng Pufferzon géint Invasiounen aus dem Norden. Beim Duerchmarsch duerch Etrurien, huet den Hannibal um Ufank seng Frëndlechkeetspolitik bäibehalen, mä nodeem d'punesch Truppen zu Arretium ukomm waren, huet sech dat geännert. Et koum zu Plünderungen a Verwüstunge vu Felder a Bauerenhäff. Dëst ka suwuel eng Reaktioun op de Wonsch no Krichsbeute vun den Truppe gewiescht sinn, wéi och eng bewosst Politik vum Hannibal, fir d'Versuergung vun der réimescher Arméi méi schwéier ze maachen, an de Flaminiu zu engem Ugrëff ze provozéieren. An effektiv ass den Deel vun der réimescher Arméi ënner dem Flaminius dem Hannibal sengen Truppe gefollegt, ouni op d'Verstäerkung vum Servilius ze warden. Dem Hannibal seng Truppebeweegungen hunn nogeluecht, datt hien um direkte Wee op Roum ass. Dat huet de Flaminius duerchaus och beaflosst, sech dem Hannibal sou séier wéi méiglech an de Wee ze stellen.

D'Stad Cortona, nërdlech vum Trasimenesche Séi, blouf vun de Verwüstunge vum Hannibal verschount. Fir d'Réimer huet sech des Stad also als Versuergungsstatioun ugebueden, an et ass net auszeschléissen, datt den Hannibal dat bei senger Virgoensweis berücksichtegt huet.

Duerch den intensiven Asaz vu Späher war den Hannibal iwwer all Truppebeweegunge vu sengem Géigner, genee sou wéi iwwer den Terrain gutt informéiert. E Bësch, deen den Trasimeno-Séi vum Tiber getrennt huet, an dobäi nëmmen e schmuele Wee um Ufer fräigelooss huet, iwwer deen d'Truppe marschéiere konnten, huet den Hannibal als Virbereedung fir eng Fal benotzt: Hien huet sech mat senger Arméi um nordëstlechen Ufer op enger Längt vun ongeféier 10 km an dësem Bësch verstoppt. D'Arméi vum Konsul Gaius Flaminius huet hiert Lager um nërdlechen Ufer vum Séi opgeschloen, well dat deen eenzeg raisonabele Wee op Cortona war, ouni d'Géigend missen op feindlech Truppen ënnersichen ze loossen. De Konsul war iwwerzeegt, den Hannibal wier scho wäit virun him, um Wee fir op Roum. Vläicht wollt en och seng Arméi no der ganzer Hetz e bësse raschte loossen. Dësen taktesche Feeler gouf dem Flaminius dacks virgeworf, well en domat dem Hannibal an d'Hänn gespillt huet.

An de fréie Moiesstonnen hunn d'Réimer hiert Lager ofgebrach a sech op de Wee Richtung Tiber gemaach. Den Titus Livius an de Polybios si sech eens datt en ongewéinlech staarken Niwwel iwwer dem Séi louch, an et quasi onméiglech war, déi ganz Trupp am A ze behalen. Verschidde modern Historiker, wéi den Nigel Bagnall, halen dat awer fir eng Entschëllegung fir den Desaster dee sech an den nächste Stonnen ereegne wäert.

Egal wéi waren d'Réimer duerch de schmuele Wee laanscht d'Ufer gezwongen, hannereneen ze goen, an d'Arméi huet sech iwwer eng laang Distanz ausgebreet. Am Bësch hunn dem Hannibal seng Leit gewaart, bis all d'Réimer um Wee laanscht d'Ufer waren, an hunn Entrée a Sortie zougemaach.

D'Réimer waren ganz verwonnert iwwer den Ugrëff vum Hannibal. D'Haaptleit, déi duerch den Niwwel net genee erkenne konnten, wat lass war, hunn ze spéit den Uerder ginn, unzegräifen, an d'Réimer, déi sech fir eng laang Wanderung prett gemaach haten, haten hir Waffen net parat.

Sou hu vill Réimer schonn an den éischte Minutte vun der Schluecht hiert Liewe gelooss. Aner Zaldoten, déi déi éischt Well iwwerstanen haten, sinn an de Séi geflücht. De Polybios schreift iwwer déi Zaldote folgendes:

Nëmmen am viischte Beräich konnt eng Trupp vu 6.000 Réimer sech duerch d'Bascht maachen. Nodeem d'Kavallerie vum karthagesche Maharbal net méi um Ufer gebraucht ginn ass, huet si d'Flüchtlinge verfollegt a gefaange geholl.

Wéi de Konsul Servilius vum Gefecht héiert, schéckt hie 4.000 Reider vu senger egener Arméi als Ënnerstëtzung - hie wousst offensichtlech net iwwer d'Gréisstenuerdnung vun der Schluecht Bescheed. Dës Reider goufen och vun der karthagescher Kavallerie gebremst, 2.000 sinn der gefall, 2.000 goufe gefaange geholl.

Vun de 25.000 Männer aus der Arméi vum Konsul Flaminius sinn der 15.000 gestuerwen; 6.000 goufen der gefaange geholl a 4.000 op der Flucht verstreet. De Konsul Flaminius ass och selwer bei der Schluecht ëm d'Liewe komm. D'Arméi vum Konsul Servilius huet de Verloscht vun hirer stäerkster Eenheet missen abéissen, der kompletter Kavallerie, a war doduerch taktesch geschwächt.

Um Hannibal senger Säit ginn 1.500 Doudeger gezielt, wouvun déi meescht aus kelteschen Hëllefstruppe koumen. Seng Haaptarméi huet quasi kee Schued dovu gedroen.

D'Réimesch Arméi huet hir bis dato gréisste Néierlag missen astiechen. Dës Néierlag gëtt souguer e Joer méi spéit nach iwwertraff, wéi bei der Schluecht vu Cannae, och géint den Hannibal, eng 60.000 Réimer falen.

Den Hannibal huet versicht, dës Schluecht net nëmme militäresch mä och politesch auszenotzen. Well hien am Beräich vun den Allièiert vu Roum agéiert huet, huet e probéiert, déi op seng Säit ze zéien. Dat ass geschitt, wéi den Hannibal d'Gefaange vu réimeschen Aliiéierten ouni Léisegeldfuederunge fräiléisst. Tatsächlech krut Roum et mat der Angscht ze dinn, hir Bëndnespartner géife si verloossen. Am weidere Verlaf vum Krichszug ass awer däitlech ginn, datt den Hannibal souguer d'Iwwerlafe vun Alliéierete vu Roum verhënnert huet. En huet bei sengem weidere Feldzug Bauerenhäff a Felder zerstéiert, fir sengem Géigner d'Versuergungsweeër ofzeschneiden. Dat waren awer d'Felder vun Alliéierte vu Roum, an déi waren natierlech net méi gutt op den Hannibal ze spriechen. Keng eenzeg Stad an de betraffene Gebidder (Umbrien an Etrurien) huet hir Diere fräiwëlleg fir den Hannibal opgemaach.

No der schwéierer Néierlag um Trasimenesche Séi huet de réimesche Senat erkläert, datt Roum an engem Staatsnoutstand ass. Ee Konsul war gestuerwen, deen anere war net erreechbar, d'Hallschent vun der réimescher Arméi war vernicht an de Feind huet d'Stad Roum bedreet. Fir d'alleréischt an hirer Geschicht huet Roum en Elengherrscher fir d'Dauer vun der Kris ernannt, e sougenannten Dictator. D'Volleksversammlung huet sech fir de Quintus Fabius Maximus entscheet, e Mann dee roueg a flichtbewosst dës Aufgab erfëllt huet, dem Amt déi noutwenneg Kraaft an Dignitéit ginn huet, an et um Enn vun der Kris erëm fräiwëlleg un de Senat zréckginn huet - en Idealist dee seng Muecht benotzt awer net mëssbraucht huet.

De Konsul Flaminius krut eleng d'Schold fir den Ënnergang vun der réimescher Arméi. Hie wier iwwermiddeg gewiescht, an hätt säi Respekt virun de Gesetzer an der Würd vum Senat a vun de Gëtter verluer, schreift den Titus Livius. Hie beschreift a sengem Wierk och, datt de Flaminius all Unzeechen am Krichseifer ignoréiert hätt. D'réimescht Feldzeeche dat sech net aus dem Buedem zéie gelooss huet, oder och nach den Zesummebroch vum Päerd vum Flaminius, waren alles Zeeche vun de Gëtter, déi vum Konsul ignoréiert goufen.

De Fabius Maximus dogéint huet d'Sybillinesch Bicher konsultéiere gelooss, huet de Gëtter Affer fir den Erfolleg vu Roum versprach an huet Virbereedungsmoossname géint den Hanniball ergraff. Hien huet Stied evakuéiere gelooss, Brécken zerstéiert a Landstreecher niddergebrannt.

Den Hannibal huet awer net ugegraff, mä ass weider duerch Italie gezunn. Déi nächst Schluecht ass déi vu Cannae am Joer 216.

Bei archeologesche Gruewungen um Nordufer vum Trasimenesche Séi (Lago Trasimeno, bei der Stad Perugia an Umbrien) si Massegriewer mat Waffe fonnt ginn, déi sech bis an d'3. Joerhonnert v. Chr. datéiere loossen. Doriwwer eraus goufe Brandgriewer fonnt, wéi ee se vum Schluechtfeld vu Cannae kennt, wou e Joer drop déi nächst batter Néierlag op d'Réimer gewaart huet.

De Verlaf vum haitegen Ufer ass natierlech net méi dee selwechte wéi virun 2.200 Joer. E Kanal aus dem 15. Joerhonnert huet de Waasserspigel vum Séi däitlech erofgedréckt. Mä op enger Weelängt vun 3 km ass den Uferwee nach ëmmer vun Hiwwele begrenzt.




#Article 439: Euromënzen (713 words)


Vum Euro, der gemeinsamer Wärung vun 19 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, gëtt et Mënzen an 8 verschiddene Wäerter. Dës goufen den 1. Januar 2002, zesumme mat 7 verschiddenen Eurobilljeeën, agefouert.

D'viischt Säit (Avers) ass op de Mënze vun alle Länner déi selwecht; et gëtt 3 Designen, jee no 'Faarf', déi all vum Belsch Luc Luycx entworf goufen.

Op de Mënze vun € 0,01, € 0,02 a € 0,05 ass Europa a Relatioun zu der Welt duergestallt:

Bei de Mënze vun € 0,10 a méi gëtt et e liichten Ënnerscheed am Ausgesinn, jee nodeem, op se virun oder no 2006 geprägt goufen.

Op deene vun € 0,10, € 0,20 a € 0,50 gëtt gewisen, wéi déi (bis Mee 2004) 15 EU-Memberstaaten zesummefannen. D'€ 1 an d'€ 2 hunn d'EU (zu 15) als Sujet.

Well 2004 10 Memberlänner bäikoumen (vun deenen eent, Slowenien, 2007 den Euro agefouert huet), an 2007 nach eng Kéier 2, an dës Länner awer net op de Mënzen ze gesi waren, gouf 2005 decidéiert, amplaz vun der EU zu 15, de Kontinent Europa ze weisen.

Déi Mënze mam alen Design behalen awer hir Gëltegkeet a bleiwe weider am Ëmlaf.

Jiddwer Land vun der Eurozon hat d'Méiglechkeet, selwer ze bestëmmen, wéi d'Récksäit (oder de Revers) vun de Mënze sollt ausgesinn. Eenzeg Virgaf: Déi 12 Stäre vum europäesche Fändel mussen drop ze gesi sinn. Sou gëtt et Länner wéi d'Belsch, déi op allen 8 Mënzen dat selwecht Bild hunn, anerer, wéi Däitschland, déi jee no 'Faarf', en aneren Design hunn, oder och, wéi Italien, wou et 8 verschidden Ofbildunge ginn.

Et gëtt eegen Artikele fir d'national Récksäiten:

Monaco, San Marino, d'Vatikanstad sinn zwar keng Memberstaate vun der EU, haten awer virum Euro Accordë mat Italien, resp. Frankräich, fir eege Mënzen erauszeginn. Dofir gi si och eege Mënzsätz an Euro eraus, déi awer a sou klengen Oploe sinn, dattse bal integral an den Albume vun de Sammler verschwannen. Andorra, dat virun der Aféierung vum Euro Franséisch Frangen a Peseten als Wärung hat, awer keng eege Mënzen, huet no der Aféierung vum Euro de facto dësen als Wärung benotzt. No engem Accord mat der EU duerft et vun 2014 un, wéi déi aner Mikrostaaten, a klenger Oplo Mënze mat eegener Récksäit klappen.

D'Memberstaate mussen hir national Récksäit och op d'mannst 5 Joer bäibehalen. Als Ausnam ass de Fall virgesinn, wou en anere Monarch Staatschef géif, wéi deen, deem säi Bild op de Mënzen ass. Dëst geschouch 2006 mat de monegassesche Mënzen an deenen aus dem Vatikan, wou a béide Fäll de Staatschef 2005 gestuerwe war.

Den 3. Juni 2005 huet d'Europäesch Kommissioun, an Accord mat de Memberstaaten, eng Recommandatioun erausginn, déi festleet, datt all nei national Säiten den Numm vum Land (oder eng Ofkierzung dovun) sollen hunn, fir datt ee se besser erëmerkenne soll. Och sollt den Numm vun der Mënz net méi dropstoen, well dee schonn op der viischter Säit steet, et sief, an deem Memberstaat wier en anert Alphabet wéi dat Laténgescht am Gebrauch.

Och den Design vun de Mënze vun 10 Cent a méi gëtt, wéi uewe beschriwwen, vun 2007 un, op der viischter Säit progressiv geännert. Mënzen am alen Design behalen hir Gëltegkeet.

Vun 2003 un hunn d'Memberstaate vun der Eurozon d'Méiglechkeet, ënner gewësse Konditiounen, 2-Euro-Gedenkmënzen erauszeginn, mat engem aneren Design op der nationaler Säit wéi deem gewinnten. Mat dëse Mënze kann an der ganzer Eurozon bezuelt ginn.

Sou wéi fréier bei den nationale Wärungen, hunn d'Memberstaate vun der Eurozon d'Méiglechkeet, Gedenkmënzen an anere Wäerter (z. B. 10 Euro, 2 ½ Euro) aus méi edele Metaller, wéi z. B. Gold oder Sëlwer, erauszeginn.

Dës hu kee legale Cours an deenen anere Länner vun der Eurozon, a ginn och kaum am Land, wou s'erauskoume, benotzt fir ze bezuelen, well hiren tatsächleche Wäert iwwer deem vun hirem Nominalwäert ass.

Finnland hat vun Ufank un decidéiert, (ausser fir d'Sammler) keng € 1 an € 2 Stécker an Ëmlaf ze bréngen. An de Butteker gëtt einfach no deem nooste Betrag, dee mat 5 oder 0 ennegt, op- oder ofgerënnt.

An Holland gouf am September 2004 decidéiert, de Geschäfter dat selwecht z'erlaben. D'Mënzen, déi am Ëmlaf sinn, behalen awer hire Wäert, a se mussen (bis zu enger gewësser Zuel) beim Bezuelen acceptéiert ginn. Dat gëllt och a Finnland fir d'1- an 2-Cent-Stécker aus anere Memberstaaten.




#Article 440: Christophe Wagner (171 words)


De Christophe Wagner, gebuer den 10. November 1974 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

De Christophe Wagner huet tëscht 1995 an 2000 op der Bréisseler Héichschoul Institut Supérieur des Arts et des Spectacles (INSAS) studéiert an dës mat engem Diplom Réalisation Film-Télévision ofgeschloss.

Zanterhier huet hie Kuerzfilmer, Documentarfilmer, Pubën a Portraite realiséiert. 2011 huet hie säin éischte Long-métrage, de Krimi Doudege Wénkel realiséiert, deen am Oktober 2012 an d'Kinoe koum. 2015 koum den historeschen Drama Eng nei Zäit eraus, deen op engem Zeenario vum Viviane Thill baséiert, an deen ë. a. de fënneffache Muerd um Wandhaff thematiséiert. Bei deenen zwéi Filmer war hien och Co-Auteur vum Dréibuch.

Hien ass och Regisseur vun der TV-Serie Capitani, a vun zwou Episode vun der 2. Staffel vun der belscher Serie Unité 42, déi allebéid am Hierscht 2019 erauskoumen.

Ausserdeem war hien de Regisseur vun der zweeter Ekipp vun der Geneviève Mersch hirem J'ai toujours voulu être une sainte (2003) an huet de Making of vum Pol Cruchten sengem Perl oder Pica gedréint.




#Article 441: Heim ins Reich (Film) (281 words)


Heim ins Reich - Wéi Lëtzebuerg sollt preisesch ginn ass en Dokumentarfilm vun 2004 iwwer d'Zäit vun 1940-1944 zu Lëtzebuerg, wéi dat vun Nazi-Däitschland besat war.

Den Titel baséiert um Slogan Heim ins Reich vun der Volksdeutscher Bewegung, mat deem dës den Uschloss un Däitschland propagéiert huet.

De Kader bilden d'Onofhängegkeetsfeierlechkeeten vun 1939 an d'Zréckkomme vun der Grande-Duchesse Charlotte aus dem Exil. Unhand vun den Témoignage vun iwwer 20 Zäitzeien, Filmopname vun deemools, Fotoen a nogespillten Zeene beschreift de Film, wéi nom Iwwerfall d'Nazie probéiert hunn, am Ufank mat Propagandagetéins, duerno ëmmer méi mat Terrormethoden, d'Lëtzebuerger dovun z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich gehéiere géifen, an d'Reaktiounen dorop. Et gëtt erzielt wéi eng Minoritéit sech no an no aktiv an der Resistenz organiséiert, eng aner Minoritéit kollaboréiert huet, an de groussen Deel vun der Bevëlkerung probéiert huet, sech sou gutt wéi méiglech duerchzeschloen, ouni sech ze kompromettéieren. Thematiséiert ginn och d'Anzéie vun de Lëtzebuerger an d'Wehrmacht, d'Ëmsiidlung, an d'Deportatioun an Ermuerdung vun de Lëtzebuerger Judden.

Am Film kommen eng Rei Zäitzeien zu Wuert: Josy Fellens, Victor Fischbach, Yvonne Frisch-Urbany, Roger Gaspart, Erny Gillen, Emile Hemmen, Jos Hittesdorf, Bernard Jacobs, Michel Jans, Gaston Junck, Pierre Kergen, Nicolas Koob, Margot Kremer-Engel, Berthe Linster, Paul Margue, Ady Mergen, Jos Meunier, Julien Meyer, Aloyse Schiltz, Josy Schlang, Hélène Schmitt-Flammang a Madeleine Weis-Bauler.

De Film war e grousse Succès: 25.239 Leit hunn en zu Lëtzebuerg am Kino gesinn, e puer Woche war en Nr.1 am Box office. Den Ënnertitel vun der franséischer Versioun ass L'échec d'une annexion. Et gëtt eng gekierzt Versioun vum Film vun enger knappsr Stonn, déi op der belscher Televisioun gewise gouf.

De Film gëtt et och an der kompletter Fassung op DVD.




#Article 442: Closer (Film 2004) (214 words)


Closer ass en US-amerikanesche Film vum Mike Nichols aus dem Joer 2004.

De ganze Film besteet eigentlech nëmmen aus véier Personnagen, dem Dan (Jude Law), en erfolleglose Schrëftsteller deen Doudesannoncen an enger Zeitung schreift, dem Alice (Natalie Portman), eng Stripperin vu New York, dem Anna (Julia Roberts), enger Fotografin, an dem Larry (Clive Owen), engem Dokter. Den Dan an d'Alice léiere sech kennen, wéi d'Alice direkt am Ufank vum Film ugestouss gëtt, an den Dan hatt an d'Spidol bréngt. De Film spullt d'Zäit dann zwee Joer no vir a mir mierken, datt déi zwee zanterhier eng Koppel sinn. Alles kéint wonnerschéi sinn, wier do net d'Anna, eng Fotografin, déi Portaitsopname vum Dan maache soll, a bei där den Dan probéiert ze landen. D'Anna selwer ass och an enger Bezéiung, a wëll u sech net weider drop agoen, mä et kënnt wéi ëmmer alles anescht wéi een et geplangt huet, a schlussendlech huet iergendwéi jiddwereen eppes mat jiddwerengem, wat nëmmen zu engem onmoossege Bezéiungschaos féiere kann.

De Film baséiert um Theaterstéck mam selwechten Numm, an den Dréibuchauteur vum Theaterstéck huet och d'Dréibuch fir de Film geschriwwen.

Dës ausgewielt Zitater gehéieren zu den harmlosen aus dem Film, deen e staarke sexuelle Language huet, an dofir ass de Film zu Lëtzebuerg och eréischt vu 14 u fräiginn.




#Article 443: François Faber (272 words)


De François Faber gebuer de 26. Januar 1887 zu Aulnay-sur-Iton, an op der franséischer Front gefall den 9. Mee 1915 zu Carency, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.

Dem François Faber säi Papp, de Jean-Pierre Faber, war e gebiertege Wëlzer, seng Mamm Marie Paul koum aus Loutrengen. D'Famill huet nach e puer Joer zu Wolz gewunnt an ass duerno op Colombes, e Faubourg vu Paräis, geplënnert, wou säi Papp als Terrassier geschafft huet. Duerch e fréiert Bestietnes vu senger Mamm hat en nach zwéin Hallefbridder, de Jules Schlepp an den Ernest Paul, deen zesumme mat him a sengen Eltere mat zu Colombes gewunnt huet an och Vëloscoureur war.

Zu Courbevoie, op der Seine, war hien Docker an huet d'Schëffer ofgelueden. Den 1. August 1909 huet hien als éischten Net-Fransous den Tour de France gewonnen, wat him an der franséischer Press den Titel Le géant de Colombes abruecht huet. Wéi hie seng éischt Course gewonnen hat, gouf hien an der franséischer Press als Fransous opgelëscht. Hie war tatsächlech seelen zu Lëtzebuerg, an dann ëmmer nëmme fir eng ganz kuerz Zäit, fir seng Pabeieren an d'Rei ze maachen.

Am Ganzen huet de François Faber 19-mol eng Etappe vum Tour de France gewonnen. 1908 an 1910 gouf en Zweete beim Tour. Aner Courssen, déi e gewonnen huet, waren den Tour vun der Lombardei (1908), d'Course Paräis - Roubaix, (1913), Paräis - Tours (1909, 1910), Paräis - Bréissel (1909) a Bordeaux - Paräis (1911).

An der Nekropol Notre-Dame-de-Lorette, dem gréisste franséische Militärkierfecht zu Ablain-Saint-Nazaire am Departement Pas-de-Calais, gouf eng Plack mat sengem Numm als Erënnerung un hien ubruecht..

Fir un de François Faber z'erënnere goufen no him genannt:




#Article 444: Nicolas Frantz (227 words)


Den Nicolas (Nic.) Frantz, gebuer de 4. November 1899 zu Mamer a gestuerwen den 8. November 1985 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.

Hien ass zu Mamer a Wiewesch als Jong vum Bauer Mathias Frantz an deem senger Fra Anna Urbing op d'Welt komm. Schonn 1924 an 1926 ass hie beim Tour de France als Zweeten op de Podium geklommen. 1927 an 1928 gewënnt hien den Tour de France. 1928 ass him kuerz virum Zil d'Rumm vum Vëlo futti gefuer. Kuerzerhand ass hien dunn op en Dammevëlo vun enger Zuschauerin ëmgeklommen an ass ëmmer nach als éischten an d'Zil gefuer. Duerch den Accident hat hien allerdéngs 28 Minutte vu sengem Virspronk verluer. Hien ass och bis haut ee vun de wéinege Sportler déi vun der éischter bis zur leschter Etapp de Gielen Trikot unhaten, an zwar um Tour vun 1928.

Am Ganze stoung den Nic. Frantz 51-mol um Etappe-Podium vun der Grande boucle, 20-mol als éischten, 18-mol als zweeten an 13-mol als Drëtten.

Den Nic. Frantz war sportleche Leeder vun de lëtzebuergeschen a lëtzebuergesche mixte Ekippen am Tour de France vun 1949 bis 1957. Säi Successeur bei der Ne -Lux Ekipp 1958 an 1959 war de Jean Goldschmit.

De 27. September 2010 huet d'Lëtzebuerger Post eng Serie vun dräi Timbere mat lëtzebuergesche Perséinlechkeeten erausginn, dorënner ee vun 1,00 Euro mat engem Portrait vum Nicolas Frantz.




#Article 445: Griichesch Orakelen (361 words)


DOrakele spillen eng fundamental Roll an der griichescher Relioun a Kultur. D'Orakel ass d'Äntwert vun engem Gott op eng Fro déi him gestallt gëtt. Sou Orakele kënnen nëmme vu bestëmmte Gëtter op bestëmmte Plazen ausgeschwat ginn. Ausserdeem musse gewësse Rite respektéiert ginn, ier et zu enger Befroung vun der Gottheet komme kann. Ausserdeem ass fir d'Interpretatioun vun der Äntwert dacks e Studium noutwenneg, a sou ginn d'Orakelen och meeschtens vu geschoultem a spezifeschem Personal interpretéiert.

D'Wuert Orakel steet och fir de konsultéierte Gott, de mënschlechen Interpret, oder och nach d'Plaz wou de Gott befrot gëtt. D'griichesch Sprooch ënnerscheet dës verschidde Sënner: nieft anere Wierder gëtt d'Äntwert χρησμός khrêsmós genannt, wat souvill heescht wéi de Fait z'informéieren. A verschiddene Source fënnt een och den Term φάτις phátis, de Fait ze schwätzen. Den Interpret gëtt dacks προφήτης prophêtês, deen deen an der Plaz [vum Gott] schwätzt, oder μάντις mántis genannt. D'Plaz wou dat Ganzt ofleeft heescht χρηστήριον khrêstếrion.

DMantik, dat heescht den Domaine vun der Wahrsagung besteet am antike Griicheland nëmmen aus den orakuläre Wëssenschaften. Hellseeër wéi den Teiresias si mythologesch Personnagen. D'Wahrsagung am Ale Griicheland ass net d'Aarbecht vun e puer inspiréierte Stierflechen, mä vu Persounen, déi sech streng un d'Riten halen, och wann d'Traditioun sou un eng Inspiratioun gleewe léisst, oder wéi d'Griichen et genannt hunn, ἐνθουσιασμός enthousiasmós, de Fait Gott a sech ze hunn.

D'Mantik, μαντεία manteía, ass eenzeg an eleng eng gëttlech Fäegkeet. Fir d'griichesch Mantik ze verstoen, muss ee wëssen datt d'Schicksal, wat duerch déi dräi Moiren (Μοῖραι mõirai) personifizéiert gëtt, eng onofhängeg Kraaft ass, a souguer d'Gëtter kënnen näischt dogéint maachen. Allerhéchstens kënne si d'Schicksal fir eng Zäit ophalen, oder d'Mënschen driwwer a Kenntnis setzen. Dës Kraaft vun der Wahrsagung schéngt an enger éischter Zäit u chthonesch Kräfte (χθών khthốn, Äerd) gebonne gewiescht ze sinn, wouduerch och d'Orakele via Inkubatioun kommen, d. h. deen dee gefrot huet, kritt seng Äntwert am Dram, nodeem en eng Nuecht um Buedem geschlof huet.

Déi éischt Orakel-Gottheet ass den Zeus, deem vill Orakelen ënnerstinn, wouvun dat eelst zu Dodona (Epirus).

 
Den Apollo huet op verschiddene Plazen den Zeus quasi verdrängt.

D'Aphrodite gouf zu Paphos op Zypern befrot, den Aklepios zu Epidaurus.




#Article 446: Orakel vu Klaros (561 words)


DOrakel vu Klaros, an Ionien, louch ongeféier 55km vu Smyrna ewech a war dem griichesche Gott Apollo gewidmet.

Déi éischt Ausgruewunge goufe vum Fransous Louis Robert (1904-1985) an den 1950er duerchgefouert, zesumme mat senger Fra Jeanne an dem Roland Martin (Histoire de l'urbanisme de la Grèce antique).

Klaros war ni eng griichesch Polis, mä huet eigentlech nëmmen aus Notion bestanen, engem Hafen, a war ofhängeg vun der Stadt Kolophon. Déi zwou Uertschaften hate verschidde Gëtter. Zu Notion gouf d'Athena Polias veréiert, zu Kolophon eng Métèr Antaia. D'Hellegtum, wat déi zwee zesummen haten, war dem Apollo gewidmet.

Klaros selwer war warscheinlech mol keen Duerf mä huet u sech nëmmen aus dem Hellegtum bestanen. Dëst Hellegtum louch an engem hellege Bësch, a warscheinlech war Notion d'Agglomeratioun wou d'Leit sech néiergelooss hunn.

D'Hellegtum selwer ass och net grouss gewiescht, mä souguer d'Orakel vun Delphi hat ni gigantesk Dimensiounen. De Pausanias, am Buch VIII, Vers 28 vu senger Periégesis tes Hellados, erzielt eis vu Klaros a schwätzt vum keelste Floss aus ganz Ionien, deen doduerch fléisst. De Poet Nikandros vu Kolophon war ee vun de Paschtéier vum Apollo zu Klaros, an erzielt eis, datt d'Hellegtum an engem Dall louch. Dëst gëtt vum Réimer Tacitus a sengen Annalen, II, 54, bestätegt.

Dëst Orakel ass zimmlech al an ass nach ëmmer gutt erhalen. Et gëtt schonn an den Homereschen Hymnen (7.-5. Joerhonnert v. Chr.) ernimmt, an zwar am Vers 40 an der Hymn un den Apollo, am Vers 5 an der Hymn un d'Artemis, an am Vers 5 an der Hymn un den Dionysos. Dëst Orakel huet also säit dem Archaeschen Zäitalter existéiert.

Gutt besicht war d'Orakel allerdéngs zu spéideren Epochen. Sou erzielt eis de Pausanias datt den Alexander de Groussen 334 d'Orakel vu Klaros konsultéiert huet, iwwer eng Rekonstruktioun vu Smyrna.

D'Archeologie kann eis nieft eise literaresche Sourcen (Nikandros vu Kolophon, Pausanias, Thukydides) erzielen, datt am Hellenisteschen Zäitalter grouss Konstruktiounen zu Klaros ënnerholl gi sinn.

Nodeem d'Hellegtum am 1. Joerhonnert v. Chr. duerch d'Réimesch Biergerkricher deelweis zerstéiert gouf, ass et am 2. Joerhonnert ënner den Antoniner nees opgebaut ginn, a war am 3. Joerhonnert gutt besicht. Duerno ass et awer zimmlech séier biergof gaangen. No engem Äerdbeben ass den Tempel net méi frësch opgebaut ginn, an am 4. Joerhonnert gouf zu Notion eng chrëschtlech Basilika gebaut, deelweis mat de Steng vum alen Hellegtum.

Zu Klaros gouf et ee Paschtouer op Liewenszäit, ee Prophet deen all Joer gewiesselt huet, een Thespiod, entweder op Liewenszäit oder fir eng ganz laang Period an ee grammateus, e Sekretär.

De Prophet huet sech vun der Gottheet inspiréiere gelooss, an den Thespiod, nodeem en d'hellegt Waasser gedronk hat, huet dann d'Äntwerte vum Orakel gesongen. Vläicht war hien et dann och, deen d'Äntwert a Versform bruecht huet, fir se ze sangen. De grammateus huet d'Froen un d'Orakel notéiert an d'Äntwert a schrëftlecher Form nees iwwerbruecht.

D'Orakel gouf emmer nuets konsultéiert, an zwar zu bestëmmten Nuechten. Daagsiwwer goufen Zeremonie veranstalt, wéi d'Affer bruecht, Geschenker néiergeluecht etc. Et kann ee behaapten, datt et zu enger ganzer psychologescher Preparatioun vun de Konsultante komm ass, mat der Nummer vun de verschiddenen Zeremonien, duerch de Fait datt dat Ganzt nuets stattfonnt huet.

D'Orakel war zimmlech populär, an zu de berüümtste Konsultanten zielt de Germanicus, deem d'Orakel gesot huet e géif stierwen. Allerdéngs ass Klaros ëmmer nëmmen e regionaalt Orakel bliwwen a war ni e panhellenescht Orakel wéi Delphi.




#Article 447: Templeruerden (592 words)


Den Templeruerden war ee vun den éischte chrëschtleche Ritteruerden, déi an der Folleg vun de Kräizzich entstane sinn. Zil vun dëser Brudderschaft war et, d'Ideale vum Adel (also zesoen: de Ritter) an de Pateren ze vereenen. Den Numm vun den Templer kënnt dohier, datt dem Uerde säin éischt Haaptquartéier an engem Fligel vum Kinnek Baudouin II. vu Jerusalem sengem Palais war. Dëse Palais soll der Legend no op de Grondmauere vum Salomoneschen Tempel opgebaut gi sinn. Aarm Ritterschaft Christi vum Salomoneschen Tempel souwéi Militia Christi waren hir éischt Nimm. Spéiderhi si se dann, duerch d'Lag vun hirem Haaptquartéier, einfach Tempelritter genannt ginn.

Am Joer 1099 gouf d'Stad Jerusalem am Laf vum Éischte Kräizzuch eruewert. Endlech war et de Chrëschte gelongen, dHelleg Stad ënner hir Kontroll ze bréngen. Dëst huet a ganz Europa eng Phas ausgeléist, wou sämtlech Pilger op Jerusalem goe wollten. Net seele war d'Rees fir d'Pilgerleit duerch deen een oder anere feindleche Feil eriwwer. D'Pilgerweeër goufen an engem Stéck vu moslemesche Feinde belagert. Aus dësem Grond hunn den Hugues de Payens an néng aner fränkesch Ritter zu Jerusalem 1118 d'Militia Christi gegrënnt. Et war uganks net méi wéi eng Brudderschaft. Duerch d'Ënnerstëtzung vum Baudouin II. huet d'Militia Christi séier un Afloss gewonnen. Et huet net laang gedauert, bis datt d'Templer zu enger wichteger Institutioun op de Pilgerweeer gi sinn. Si ware souzesoen d'Pilgerpolice.

Déi éischt Kéier gëtt den Uerden offiziell 1128 ernimmt. Am dësem Joer gëtt zu Troyes e Konzil ofgehalen, op deem d'Templergemeinschaft offiziell zu engem chrëschtlechen Uerden erhuewe gëtt. Hei ginn och d'Uerdensreegele festgeluecht.
Vun 1129 u fänken d'Templer un op der Iberescher Hallefinsel aktiv ze ginn.

Ee vun de wichtegsten Ënnerstëtzer war den Bernard de Clairvaux, ee vun de bedeitendsten Kleriker vun där Zäit. Hien huet sämtlech europäesch Edelmänner dozou opgeruff, den Templer bäizetrieden. Duerch den Antrëtt vum Hugues de Champagne, engem Bekannte vum Bernard, koum et zu engem éischte groussen Opschwong. An enger Schrëft De laude, déi hien 1130 verëffentlecht huet, huet en d'Templer géint éischt Kritiker verdeedegt.
Gläichzäiteg wollt de Bernard Europa fir en zweete Kräizzuch mobiliséieren.

De Baucent (oder och Baussant) ass de Fändel vum Templeruerden. Baucent bedeit souvill wéi zweegedeelt. De Fändel war an eng schwaarz an an eng wäiss Hallschent gedeelt. Wäiss symboliséiert d'Rengheet an d'Keuschheet, Schwaarz steet fir Courage a Kraaft.

D'Tatzekräiz ass d'Kräiz vum Templeruerden. Et ass e rout Kräiz, dat aus zwou gläichlaangen Dunne besteet, déi vu bannen no baussen hi méi breet ginn.
Vun 1147 un huet de Poopst Eugène III., deen de 27. Abrëll beim Uerdenskapitel war, den Templer als Merci fir d'Verdeedegung vun der helleger Stad Jerusalem erlaabt, d'Tatzekräiz op hirer lénkser Schëller (a sinistra) ze droen.
Haut gëtt nach dacks fälschlecherweis d'Malteserkräiz den Templer zougeschriwwen.
Déi Kräizform steet an der chrëschtlecher Symbolik fir de Leidenswee vu Jesus Christus, déi rout Faarf symboliséiert d'Blutt, dat de Jesus vergoss huet.

Den Habit vum Uerde war e wäisse Woperack mat engem grousse rouden Tatzekräiz op der Broscht. Nëmmen de ranghéijere Bridder, de Ritter selwer, war et erlaabt e wäisse Mantel mat engem méi klengen Tatzekräiz op der lénkser Schëller ze droen. De Verloscht vun dësem Mantel war eng Schan a kënnt op eng Degradatioun eraus. 
Den Templeruerde war den éischte chrëschtlechen Uerden, deem d'Droe vun engem Kräiz um Habit erlaabt gouf.

Beim Uerdenssigel handelt et sech ëm zwéi Reider, op engem Päerd. Dat soll engersäits d'Bridderlechkeet, anerersäits den Aarmut vum Uerde symboliséieren.
D'Groussmeeschteren haten en eegent Sigel, dat s'als Groussmeeschter identifizéiert huet. Dorop war e kuppelfërmege Bau ze gesinn, dee méiglecherweis sollt op hiert Haaptquartéier am Tempelvéirel hiweisen.




#Article 448: O. W. Fischer (211 words)


Den Otto Wilhelm (O. W.) Fischer, gebuer den 1. Abrëll 1915 zu Klosterneuburg an Nidderéisträich, a gestuerwen den 29. Januar 2004 zu Lugano, war en éisträichesche Schauspiller a Filmregisseur.

Den O.W. Fischer ass an enger Famill opgewuess, déi sech et gutt stoung; de Papp war Hofrat vun der nidderéisträichescher Landesregierung. No e puer Semesteren Anglistik, Germanistik a Konschtgeschicht goung en 1936 an de Max-Reinhardt-Seminar fir Schauspiller ze léieren.

Seng éischt Engagementer krut en beim Theater in der Josefstadt a bei den Münchner Kammerspielen. Tëscht 1938 an 1944 huet hie schonn zum festen Ensembel vum Deutschen Volkstheater Wien gehéiert.
Nom Krich koumen nach vun 1945 bis 1952 de Wiener Burgtheater a seng Optrëtter bei de Salzburger Festspiller.
Hie war ze gesinn an der Titelroll am Hugo von Hofmannsthal sengem Der Schwierige, als Saint Just am Büchner sengem Dantons Tod, am Christian Friedrich Hebbel sengem Demetrius an der Titelroll an a villen aneren.

Seng éischt kleng Roll krut de Fischer 1936 am Film Burgtheater. Méi grouss Rolle koume mat den Hans Moser-Filmer 1939 Anton der Letzte an 1940 am Meine Tochter lebt in Wien.

An de Krichsjore war hie beschäftegt mat sympathesche jonke Mënsch-Rollen an onpolitesche Filmer: Der Meineidbauer 1941, Wien 1910 1942, Sommerliebe 1942, Glück unterwegs 1944 an den Sieben Briefe 1944.




#Article 449: Sarkoidos (956 words)


Sarkoidos (och: Morbus Boeck oder Morbus Schaumann-Besnier souwéi Morbus Besnier-Boeck-Schaumann (BBS) genannt, fr. sarcoïdose, de. Sarkoidose, en. sarcoidosis) ass eng multisystemesch Krankheet vum Bindegewief (Bindegewebe) déi histologesch duerch Wuesse vu Granulomen opfält. Et bilde sech mikroskopesch kleng Kniet (Granulomen). 
D'Ursaach oder d'Ursaache sinn nach onbekannt, et gëtt a verschidde Richtunge gefuerscht, vun der Mutatioun bis hin zur Ëmweltbelaaschtung. Se ass als Autoimmunkrankheet oder och nach als Weesekrankheet (maladie orpheline) klasséiert.

Et gëtt zwou Forme vun Erkrankung, woubäi déi éischt déi heefegst ass:

Et ass eng rar Krankheet, déi meeschtens harmlos ass (fir ong. 80 % vun de Fäll). Bei ongeféier 20 % vun de Kranke kënnen awer bedrolech Komplikatiounen optrieden, woubäi déi akut Form déi bescht Chancen (95 %) op Heelung huet.

D'Krankheet trëtt meeschtens tëscht dem 20. an dem 40. Liewensjoer op.
 
An Däitschland z. B. sinn ongeféier 20-30 Persounen op 100.000 betraff, a Frankräich dogéint manner wéi 10 op 100.000 (Tendenz no uewen - duerch besser medezinesch Versuergung).
 
D'Krankheet fënnt een iwwerall op der Welt. Déi nërdlech Länner an Europa sinn dobäi méi staark betraff wéi déi südlech. Statistike sinn awer net zouverlässeg, well d'Gesondheetswiesen a ville Länner ënnerschiddlech ass.

Et handelt sech ëm eng Entzündung déi meeschtens d'Longen ugräift, awer och all déi aner Organer wéi Lymphkniet, Häerz, Liewer, Bauchspäicheldrüs, Haut, Aen, Schanken, an och de Nervesystem (hei gëtt et och keng zouverlässeg Statistiken).

Well sou vill ënnerschiddlech Organer kënne betraff sinn, sinn och d'Symptomer deem entspriechend verschidden.

Hei der e puer:

Dacks gëtt se duerch Zoufall duerch e Röntgebild vum Broschtkuerf (RX-Thorax) entdeckt.

Am Fall wou ugeholl gëtt, datt ee Sarkoidos huet, musse wéinst deene ville Symptomer aner Krankheete mat deene selwechte Symptomer ausgeschloss ginn. Dëst geschitt meeschtens duerch eng Tissusprouf (Biopsie).

Sou Krankheete mat dee selwechte Symptomer sinn ënner anerem: Rheuma, Gripp, Tuberkulos, Morbus Hodgkin …

Bei der akuter Form, wou et just dräi bestëmmte Symptomer gëtt (Erythema nodosum, Gelenkpéng, a bihilär geschwolle Lymphkniet), ass dat net néideg.

Meeschtens verleeft se ouni weider Problemer, vill Patiente mierke se dacks net, a se ka schonn no 2-3 Joer duerch Selbstheelung iwwerstane sinn.

Bei 20 % vun de Fäll kann et awer virkommen, datt dem Patient säi Liewe komplett op d'Kopp gestallt gëtt, jee nodeem wat fir een Organ betraff ass. Sou e Patient huet et méi schwéier, Otemproblemer déi schlëmmer kënne ginn, do muss dann och direkt behandelt ginn oder z. B. bei den Aen, kann et virkommen, datt een net méi gutt gesäit oder sou guer blann ka ginn, wann net direkt eppes kann ënnerholl gëtt. Och Nerveproblemer kënnen entstoen, och wann dëst relativ rar ass.

Wa liewenswichteg Organer befall sinn, da kann och dës Krankheet déidlech verlafen, och wann dat net heefeg ass.

Well all Fall anescht ass, ass och fir jiddwereen de Verlaf net d'selwecht.

Dës Krankheet gëtt a verschidde Stufen (Stadien - stades) agedeelt. Dëst geschitt nom Röntgebild vun de Longen (well jo meeschtens déi betrafft sinn).

Dacks ass keng Behandlung néideg, awer wa liewenswichteg Organer betraff sinn da gëtt mat Kortison probéiert d'Krankheet an de Grëff ze kréien. Wéi laang a wéi vill, dat muss den Dokter bestëmmen. Och gëtt et nach aner Behandlungsmethoden, am Fall vu Péng gi Schmäerzmëttel verschriwwen.

Och Kure kënnen dem Patient eng Hëllef sinn.

Wichteg: All Joer eng Kontroll beim Dokter, souguer wann d'Krankheet iwwerstanen ass.

Et kann een den Jonathan Hutchinson (1828-1913) als den éischten ugesinn, deen d'Sarkoidos beschriwwen huet. Hien huet 1863 e Patient virgestallt dee Giischt hat, och hat hien zousätzlech nach Hautverännerungen. Deen ass dunn 4 Joer méi spéit u Niereversoë gestuerwen. Dëst huet den Hutchinson awer op d'Giischt zréckgefouert – haut wësse mir datt wéinst dem verännerte Kalziumgehalt deen d'Sarkoidos mat sech brénge kann, datt dat warscheinlech déi eigentlech Ursaach war.

De franséischen Hautdokter Ernest Besnier (1831-1909) huet 1889 eng symmetresch Hautverännerung vun den ieweschten Extremitéiten (Hänn, Fangeren) beschriwwen. 
De schweedeschen Hautspezialist Cæsar Peter Møller Boeck (1845-1917) huet 1899 an enger wëssenschaftlecher Dissertatioun, Multiple benign sarcoid of the skin, di histologesch Hautverännerungen erwähnt an huet deemools schonn de Verdacht gehat datt et sech géif ëm eng systematesch Erkankung handelen. Dofir ginn d'Hautverännerunge bei der Sarkoidos och Boeck'sche Sarkoidos, no him, benannt.

Den däneschen Aendokter Christian Frederick Heerfordt (1871-1953) beschreift 1909 eng Uvéit (Bindehautentzündung) mat Nervebedeelegung a Parotidit (geschwollen Drüse wéi beim Mumps) souwéi och Féiwer a wéinst den Analyse schreift hien dat dem Mumps zou.

Am Joer 1924 bestätegt de schweedeschen Dermatolog (Hautdokter) Jörgen Nilsen Schaumann (1879-1953) dem Boeck seng Entdeckungen, datt et sech hei ëm eng systemesch Erkrankung vu verschiddenen Organer handelt an huet d'Sarkoidos als lymphogranulomatosis benigna bezeechent fir se vum Hodgkin-Lymphom ofzegrenzen.
De Schwed Sven Halvar Löfgren (1910–1978) huet 1953 déi akut Verlafsform beschriwwen: Trias: Erythema nodosum, Arthritis a bihilär Lymphadenopathie.

Obwuel scho grouss Fortschrëtter gemaach gi sinn, wat d'Erfuerschung vun dëser Krankheet ubelaangt, bleift d'Ursaach nach ëmmer eng Fro déi d'Fuerscher nach net kënne beäntwerten, och wees kee wéi laang datt et déi Krankheet scho gëtt.

Den englesche Rheumatolog Tom Palfermann huet 1990 en Artikel publizéiert iwwer seng intensiv Sich vun allem wat de Beethoven betrëfft. Hien ass praktesch iwwerzeegt, nodeem hien alles wat hien an der Literatur, an de Bréiwer déi de Beethoven senger Famill a Frënn geschéckt huet, souwéi och an dem Beethoven säin Tagebuch an och de medezinesche Rapport vum Beethoven senger Autopsie, datt de Beethoven net u Liewerzyrhose wéinst ze vill Alkoholkonsum gestuerwen ass. D'Liewer soll net där vun enger duerch Alkohol zerstéierter gläichen. Vill éischter stellt hien de post-mortem diagnostic, datt de Beethoven u Sarkoidos gestuerwe soll sinn.

Wann een dovun ausgeet, dat 10-30 Persounen op 100.000 kéinte betraff sinn, dann hätte mir hei zu Lëtzebuerg tëscht 45 an 135 Leit déi dës Krankheet hätten.

Am Ausland si Veräiner vu Betraffenen gegrënnt ginn:

Hei déi vun äise Nopeschlänner:




#Article 450: Gregorianesche Kalenner (292 words)


De Gregorianesche Kalenner, benannt no dem Poopst Gregor XIII., ass hautdesdaags deen am wäitste verbreete Kalenner.

Den Éischte Konzil vun Nicäa huet am Joer 325 bestëmmt, datt Ouschteren ëmmer den éischte Sonnden no dem éischte Vollmound no dem Ufank vum Fréijoer (bezunn op Jerusalem) gefeiert soll ginn.

D'Primar-Equinoxe oder (Fréijoer-Equinox op der nërdlecher Äerdhallefkugel) war am Joer vum Konzil 325 den 21. Mäerz, an deemools huet nach kee fonnt datt déi Julianesch Reegelung mat de Schaltdeeg verbesserungsbedürfteg wier. Den deemools gëltege Julianesche Kalenner ass vun engem mëttlere Sonnejoer vun 365,25 Deeg ausgaangen an huet déi Differenz (op 365 Deeg) vun ongeféier 6 Stonnen all véier Joer duerch d'Afügung vun engem Schaltdag ausgeglach. Dogéint war d'Realitéit (365 Deeg, 5 Stonnen, 48 Minutten a 46 Sekonnen, also genee 365,24219879 Deeg), 11 Minutte méi kuerz ! Duerch déi Differenz war d'Primar-Equinoxe am Joer 1582 schonn den 11. Mäerz.
Déi Diskrepanz war scho laang bekannt an zanter dem 14.Joerhonnert sinn ëmmer erëm Virschléi gemaach gi fir de Kalenner ze reforméieren, ënner anerem vum Nikolaus Kopernikus. Säi Wierk De Revolutionibus Orbium Coelestium (Vun den Emdréiunge vun den Himmelskierper) an déi Prutenesch Tafelen vum Erasmus Reinhold ware schliisslech och d'Basis fir déi vum Poopst Gregor XIII. dekretéiert Reform.

Fir datt d'Fréijoer-Equinox erëm op den 21. Mäerz fält, a fir datt Ouschteren erëm konnt um richtegen Dag gefeiert ginn, huet de Poopst d'Iddi vum Dokter an Hobby-Astronom Aloisius Lilius ugeholl. An zwar sinn am Joer 1582 einfach zéng Deeg iwwerspronge ginn: no dem 4. Oktober koum direkt de 15. Oktober (d'Wochendeeg sinn normal weidergaangen)

Fir datt et net nees zu sou enger Differenz géif kommen, huet den neie Gregorianesche Kalenner 1 Sonnejoer op 365,2425 (amplaz 365,25) Deeg festgesat. Dofir ass d'Reegel vum Julianesche Kalenner, wat d'Schaltdeeg ugeet, ëmgeännert ginn.




#Article 451: Consulat (2354 words)


De Consulat war an der franséischer Geschicht d'Zäitperiod vum 10. November 1799 bis zur Proklamatioun vum Empire 1804. Jee no Historiker gëtt de Consulat als Enn vun der Revolutioun ugesinn, oder schonn als Optakt fir eng nei Ära déi mam Premier Empire hiren Héichpunkt erlieft.

U sengem Enn ass den Directoire an enger dräifacher Kris, an et gëtt Projete fir de Regime nees ze stabiliséieren. Am Oktober 1799 begéint de jonke Generol Napoleon Bonaparte den Acteure vum politesche Liewen an hëlt un engem Staatsstreech deel. Den Napoleon Bonaparte hätt eigentlech nëmme sollen d'militäresch Kraaft hanner deem Ganze sinn. Do stellt sech natierlech d'Fro wéi ee vun enger geplangter Revisioun vun der Konstitutioun zu enger Elengherrschaft kënnt.

Mam Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire (9. an 10. November 1799) koum den Napoleon Bonaparte a Frankräich un d'Muecht. Ee vu senge Bridder, de Lucien Bonaparte, deen dee Moment President vum Conseil des Cinq-Cents war, huet eng net onwiesentlech Roll an där Affär gespillt.

Un der Spëtzt vum Consulat provisoire stinn de Bonaparte, de Sieyès an den Ducos. D'Assembléeën hunn zwou Kommissioune gewielt, déi sech ëm d'juristesch Affäre bekëmmeren, an eng nei Konstitutioun ausschafe sollen. Déi Projete gi staark vun den Iddie vum Sieyès beaflosst. Virun allem soll d'Exekutive gestäerkt ginn, fir de Fonctionnement vum neie Regime z'erliichteren.

D'Konstitutioun vum Joer VIII gëtt vum Danou verfaasst, dee sech schonn ëm d'Konstitutioun vum Joer III gekëmmert hat. Den Danou gehéiert zu den Ideologen, liberal Republikaner déi sech géint d'Jakobiner stellen. Déi nei Konstitutioun verstäerkt d'Exekutive an d'Representatioun vum Vollek leeft iwwer d'Notables, och wann de Suffrage universel offiziell net ofgeschaf gëtt. D'Konstitutioun vum Joer VIII ass awer e Broch mat den anere Konstitutiounen. Am ganzen Text fënnt sech keng Referenz zu de Mënscherechter oder der Verdeedegung vun der Fräiheet. Si ass méi technesch: si definéiert d'Pouvoiren, a virum allem de Pouvoir vum staarke Mann vum Regime. D'Konstitutioun ass wéi fir den Napoléon gemaach, souguer säin Numm steet dran. Dat ass verwonnerlech, well eng Konstitutioun eppes zäitloses soll sinn, wat undauert. Den Napoléon gëtt zum éischte Konsul ernannt a steet un der Spëtzt vun der Exekutive. Hien designéiert d'Leit fir déi wichteg Fonctions publiques an huet eng gewësse Muecht am legislative Beräich. Ausserdeem huet hien eng Rei Rechter wat d'Diplomatie an d'Arméi ugeet. D'Konstitutioun knäppt awer un d'Kolleegialitéit vum Directoire un, andeems et dräi Konsule gëtt, och wann nëmmen deen éischte wierklech un der Muecht ass.

Op institutionnellem Plang kënnt et och zu Changementer. Den Tribunat gëtt geschaf, dee sech aus 100 Deputéiert zesummesetzt, a Gesetzesprojeten diskutéiert, an de Corps législatif dee sech aus 300 Deputéiert zesummesetzt, an d'Gesetzer stëmmt, ouni driwwer ze diskutéieren. De Conseil d'État preparéiert déi Gesetzesprojeten. Dat ass eng reng technesch Assemblée mat ëm déi 50 Memberen, déi vum éischte Konsul ernannt ginn. De Senat ass zoustänneg fir d'Konstitutioun. Lues a lues schreift de Senat och selwer legislatif Texter, dsenatus consulte.

Offiziell gëtt de Consulat den 1. Januar 1800 agefouert. Déi zwéin nei Konsulen, déi designéiert ginn, sinn de Cambacérès an de Lebrun. De Cambacérès, e régicide, war Deputéierten an der Convention. Hien ass e Spezialist am Droit a war Justizminister ënner dem Directoire. De Lebrun ass fir eng moderéiert Monarchie an e Spezialist an de Finanzen. Den Napoléon hëlt sech also zwee Leit vu verschiddenen Hannergrënn fir säi grousse Projet vun der réconciliation nationale.

Am Conseil d'État si weider enk Vertrauter vum Napoléon an de Sieyès iwwerhëlt d'Presidence vum Senat.

D'Assemblée ass sech hirer Saach mam Napoléon nach net ganz sécher. D'Deputéiert ginn an enger éischter Phas vum Senat bestëmmt, bis datt d'Notabilitéitslëschten opgestallt sinn.

Am Ufank vum Joer 1800 ass de Consulat also agefouert, mä den neie politesche Regime muss sech duerch seng Politik nach beweisen, well d'Vollek ass de selleche Staatsstreecher midd.

Vun Ufank un weist de Bonaparte e staarke Wëlle fir den Divisounen, déi duerch d'Revolutioun entstane sinn, en Enn ze setzen. Hien invitéiert de Klerus nees zréck a Frankräich ze kommen a gëtt em d'Fräiheet vum Kult den 28. Dezember 1799. Den Napoléon schaaft d'Loi des otages of, déi et erlaabt huet Familljemembere vun engem Emigréierte festzehuelen, an de Verkaf vun de Biens nationaux gëtt gestoppt. Et kann ee sech och vun der Liste des émigrés sträiche loossen (wann een op der Lëscht stoung, huet een all seng Biergerrechter verluer). Am Joer 1802 geet de Bonaparte nach e Schrack méi wäit an akkordéiert all den Emigranten d'Amnistie. Déi Moossname preparéieren dpaix civile.

Et gëtt allerdéngs nach ëmmer Regiounen op déi de Staat wéineg Afloss huet. Zweemol am Weste vum Land mécht sech eng chronesch Instabilitéit bemierkbar (Opstänn, Brigangen...). Zanter November 1799 versicht den Napoléon de Westen an de Grëff ze kréien an erreecht e Waffestëllstand mat der Chouannerie. Am Ufank vum Joer 1800 huet hien d'quasitotal Pazifikatioun vum Westen erreecht, virun allem an der Vendée wou hie sech op de Klerus gestäipt huet. Lokal Onroue bleiwen awer an der Normandie bestoen. 1802 ass d'Land grosso-modo friddlech, entweder duerch Verhandlungen oder militärech Presenz.

Am Fréijoer decidéiert de Bonaparte de Fridden no baussen nees hirzestellen. A sengen Ae stäipt sech de Regime op de Fridden deen hie schafe wëll, also muss hie gewannen. Den 9. Februar 1801 gëtt de Fridde vu Lunéville mat Éisträich ënnerschriwwen, wat seng Rechter op den Norden an den Zentrum vun Italien opgëtt. Am Mäerz 1802 kënnt et duerch den Traité vun Amiens zum Fridde mat Groussbritannien.

Fir datt de Regime stabil bleift, muss e sech op e Staat stäipen, an deen d'Vollek Vertrauen huet, an dofir sinn eng Partie Reformen noutwenneg.

Fir d'alleréischt muss bei de Staatsfinanzen opgeraumt ginn, wat duerch eng Steierreform geschitt. De Consulat ierft vum Directoire véier direkt Steieren: den impôt foncier, den impôt mobilier, d'patente, an den impôt des portes et fenêtres. Mä just well et déi Steiere gëtt, heescht dat net, datt de Staat et liicht huet fir se anzedreiwen. Am Joer 1802 huet Frankräich nees en equilibréierte Budget. Am Januar 1800 gëtt d'Banque de France gegrënnt, eng privat Bank déi vum Staat ënnerstëtzt gëtt. Si iwwerweist dem Staat déi noutwenneg Avancen, bis d'Steieren an der Keess sinn. Mat der monetärer Reform vun 1803 kritt si d'Recht, Schäiner ze drécken. De Franc germinal gëtt op d'Valeur vum Gold dat d'Bank besëtzt festgesat.

D'Gesetz vum 17. Februar 1800 beschäftegt sech mat der lokaler Administratioun. De wichtegste Punkt vun deem Gesetz ass d'Kreatioun vun de préfets. D'Departementer vun der Revolutioun gi bäibehalen, mä intern gëtt nei organiséiert. D'Distrikter ginn Arrondissementer, d'Gemeng gëtt definéiert an de Kanton geschaf. Op all Niveau gëtt e Fonctionnaire public ernannt, souwéi eng Assemblée consultative gewielt.

D'Justiz ass ee vun de Piliere vum neie Regime deen ëmmer méi autoritär gëtt. De Consulat stellt awer d'Gläichheet vun alle virun der Justiz, déi am Numm vum Vollek ausgeschwat gëtt, net a Fro. D'Riichter gi vum Vollek gewielt an et gëtt och e populäre Jury. Am Mäerz 1800 setzt den Napoléon eng Reform duerch, datt nëmmen nach d'Friddensriichter (mineur Delikter, Ressort ass de Kanton) gewielt ginn. D'Justiz baséiert op professionelle Magistraten, déi am Prinzip net kënnen erausgehäit ginn.

De Ministère vun der Police gëtt dem Fouché uvertraut. D'Police mécht gläichzäiteg Recherchen iwwer d'Meenung vum Vollek wéi datt si fir Uerdnung suergt.

De Bonaparte wëll d'Reegele vum Zesummeliewe vun der Gesellschaft codifiéieren, fir en neie soziale Lien ze schafen, nodeem d'Dräistänneuerdnung vum Ancien Régime duerch d'Revolutioun zerstéiert ginn ass. De Code civil, dee scho wärend der Revolutioun geplangt gouf, gëtt 1804 fäerdeggestallt. Et handelt sech heibäi ëm eng Synthees tëscht de verschiddene Rechter vum Ancien Régime an dem neien Droit vun der Revolutioun. Den Text ass komplett laizistesch, fir e fir souvill Fransouse wéi méiglech acceptabel ze maachen.

Gläichzäiteg envisagéiert de Bonaparte e reliéisen Encadrement. D'Relioun gëtt als Stabilisatiounsfaktor vun der Gesellschaft ugesinn. Obwuel hien hätt kënnen eng Zivil Relioun a Betruecht zéien (wéi de Culte décadaire) entschléisst hie sech, sech op déi besteeënd Reliounen ze baséieren. D'dominant Relioun a Frankräich ass de Katholizismus. Am Joer 1800 ass d'franséisch kathoulesch Kierch an zwee gespléckt, et gëtt eng église réfractaire an eng église constitutionnelle. D'église réfractaire ass majoritär. Verhandlunge mam Poopst Pius VII. féieren zum Konkordat vun 1801. Dësen Accord erlaabt et vun 1802 un, d'Kierch no de 60 Diözesen nei z'uerdnen. D'Bëscheef gi vum Staatschef ernannt a kréien hir Investitur vum Poopst. D'Paschtéier gi vum Staat ernannt a bezuelt. De Klerus huet als Aufgab de Fridden ze sécheren an de sozialen Zesummenhalt ze stäerken, zum Beispill andeems fir dem Napoléon seng Arméi gebiet gëtt.

D'napoléonesch Gesellschaft ass eng Gesellschaft der hir Hierarchie um Besëtz baséiert. Ronn 100.000 Leit bilden eng Elite, déi räichste Fransousen, déi an Oppositioun zum Rescht vum Land steet. Op dës Elite baséiert sech d'Politik. An all Departement gi listes de notabilité opgestallt, wouvun déi 600 räichste Leit Funktioune beim Staat iwwerhuele kënnen. Des Elite ass e Prelude op d'noblesse d'Empire.

D'Jakobiner haten de Coup d'État net gutt geheescht, a wollten den Napoléon op juristeschem Wee drukréien. Si waren déi éischt Affer vun der Reaktioun nom Staatsstreech. De Bonaparte huet eng Partie Mesure getraff, fir déi stäerkst Géigner aus dem Verkéier ze zéien. Hien huet eng Lëscht publizéiere gelooss, op där 34 Deputéierte verbannt goufen, an 19 an de Prisong bruecht gi sinn. D'Jakobiner goufe vun der Police iwwerwaacht. Gläichzäiteg huet de Bonaparte probéiert, souvill wéi méiglech Jakobiner op seng Säit ze zéien, an huet sech als Ierwe vun de Prinzipie vun der Revolutioun dohigestallt. D'Oppositioun ass nach e puer Méint bestoe bliwwen, zemol an der Press. Am Januar 1800 huet de Bonaparte eng 60 Zeitunge verbidde gelooss. D'Gefor vun de Jakobiner war awer reell, si haten eng Partie Komplotter geplangt, fir den Napoléon ze stierzen. Vun 1801 bis 1802 huet de Bonaparte et awer geschafft, datt dës Oppositioun sech net méi allze vill blécke gelooss huet.

Um Enn vum Directoire haten och d'Royalisten nees ugefaangen, sech zesummenzedinn. De Westen an de Südweste vu Frankräich ware grouss royalistesch Regiounen. Zanter dem Enn vun 1799 hat de Bonaparte Gespréicher mat de Royaliste lafen, ënner anerem mam Hyde de Neuville, fir der Chouannerie en Enn ze setzen. Verschidde Monarchisten hate gehofft, den Napoléon kënnen ze benotzen, an hien als Intermediaire zum Louis XVIII. un der Muecht ze halen. De Louis XVIII. hat dem Napoléon den 20. Februar 1800 geschriwwen, an hie gebieden, sech zu senge Gonschten zréckzezéien. Den Napoléon hat an der Tëschenzäit awer seng Muecht gefestegt, an déi Offer net akzeptéiert. D'Monarchiste waren also gezwongen, hir Meenung zum Napoléon z'änneren, a si hu versicht hien aus dem Wee ze raumen. No verschidde spekakulären Aktioune wéi der Entféierung vum Senator Clément de Ris am September 1800 goufen awer och si vun der Police iwwerwaacht, an et ass roueg ginn an de royalistesche Reien.

Obschonn déi zwou Oppositioune weider bestanen hunn, wann och éischter am Ënnergrond, sou haten d'Royalisten dach e Virdeel. Si hate Groussbritannien hanner sech, wou sech déi meescht Emigranten opgehalen hunn.

D'liberal Oppositioun ass aus Leit entstanen, déi am Ufank fir den Napoléon waren, a si haten och dem Staatsstreech an der Uerdnung déi de Bonaparte nees an d'Land bruecht huet, zougestëmmt, mä si géint déi autoritär Richtung déi de Regime ageschloen huet. Si hänke staark un de Prinzipie vun 1789. Bis 1802 ass de Benjamin Constant hire Porte-parole. Virun allem d'speziell Geriichter wou et kee Jury gouf, hunn den Ideologe guer net gefall. Tëscht 1800 an 1802 war dës Oppositioun awer net wierklech staark vertrueden, an et huet een net dacks vun hinnen héieren, et sief bei engem éischte Projet vum Code civil, deen hinnen ze konservativ war. Et goufen och Manifestatioune géint d'Konkordat vun 1801. Hir Campagne huet een haaptsächlech an der Press fonnt, zum Beispill an der Zeitung La décade philosophique. 110 liberal Deputéierten hate sech och géint d'Légion d'honneur ausgeschwat, déi fir si ze vill de Goût vum Ancien Régime hat. 

Ënner dem Consulat ass de Fouché Minister vun der Police bliwwen. Et goufe preventiv Leit festgeholl, déi géint de Regime waren, sou wéi zum Beispill de Marquis de Sade. D'Meenungs- an d'Reuniounsfräiheet goufen ageschränkt.

D'Pressefäiheet war eng vun de grousse Victoire vun der Revolutioun. Mä d'Press war och ee Mëttel vun der Oppositioun, a sou hat de Bonaparte eng gutt Partie Zeitunge verbueden, anerer goufen zenséiert. De 17. Januar 1800 gouf et nëmmen nach 13 Zeitungen zu Paräis. Allerdéngs däerf een d'Roll vun der Press och net iwwerdreiwen, ëmmerhi goufen d'Zeitungen zu där Zäit nëmme vun Notabele gelies. De Le Journal des débats hat 1801 nëmmen eng 10.000 Abonéiert. Dëst ass allerdéngs och d'Elite déi um politesche Liewen deelgeholl huet. Mam Moniteur Universel hat den Napoléon seng Propaganda-Press.

D'Konstitutioun vum Joer VIII hat de Bonaparte fir 10 Joer un d'Spëtzt vum Staat gestallt. 1802 hat den Napoléon ouni Zweiwel seng Muecht gutt gestäerkt, an d'Oppositioun roueg gestallt. D'Verlängerung vu sengem Mandat am Joer 1802 war awer net seng eegen Initiativ. Hien huet den Tribunat intervenéiere gelooss. De Senat hat als Éischt eng weider Verlängerung vun 10 Joer virgeschloen, amplaz de Consulat op Liewenszäit ze setzen. Den Napoléon huet dunn eng Wal duerch e Senatus consultum erzwongen, deen him de Consulat op Liewenszäit ginn huet. Ausserdeem hat hien e Wuert matzeschwetze bei sengem Nofollger. Dëst war eng éischt Etapp zu engem Regime wou de Staatschef sech reproduzéiere kann. Dëse Senatus consultum gouf vum Vollek akzeptéiert.

D'Konstitutioun vum Joer X huet d'Zesummesetzung vum Tribunat geännert, an d'Unzuel vun de Membere vun 100 op 50 erofgesat. Domat haten d'Assembléeën nach manner Muecht, an de Senat hëlt op legislativem Plang zou.

Zanter Februar 1800 huet den Napoléon an den Tuileries gewunnt, wou sech lues a lues en Haff gebilt huet. Nom Konkordat huet de Bonaparte nees eng Kapell an den Tuileries installéiere gelooss, an ass do all sonndes an d'Mass gaangen. No 1802 huet sech d'Bild vun engem Kinnek aus dem Ancien Régime ëmmer méi verstäerkt. Hien huet Reesen an de Provënzen ënnerholl, sou wéi deemools d'Kinneken op hire Visites royales.

Beim Bonaparte ass opgefall, datt hien de Staat absolut stäerke wëll, an dat an engem Land wat zanter 10 Joer net zur Rou komm ass, a keng Biller méi vu sengen Herrscher gesinn huet.

De Consulat op Liewenszäit ass 1804 op en Enn gaangen, wéi d'Keeserräich ausgeruff gouf.




#Article 452: Fernand Fox (145 words)


De Fernand Fox, gebuer de 26. Januar 1934 op der Bollenduerfer Bréck, ass e lëtzebuergesche Schauspiller.

No sengem Lycée an der Stad an zu Iechternach goung de Fernand Fox op d'Interbank an du bei ARBED schaffen (1957-1981). Duerno huet hien e Café, d'Theaterstuff, opgemaach, wou e bis zu senger Pensioun geschafft huet.

Bekannt ass de Fernand Fox fir seng joerzéngtelaang Presenz op Lëtzebuerger Bünen, an och als Schauspiller a Reklammssketcher, Kinos- an Televisiounsproduktiounen. 1956 stoung hien eng éischt Kéier am Stater Casino op der Bün, wou e vum Eugène Heinen entdeckt gouf. Hien huet doropshin 3 Joer Schauspillerei an Dictioun um Stater Conservatoire gemaach.

Hie war dunn 10 Joer laang Member vum Lëtzebuerger Theater an 30 Joer laang vum Kasemattentheater. Do donieft huet hie reegelméisseg a Produktiounen (dacks Cabaret) vun aneren Ensembele matgespillt, wéi z. B. am Kapuzinertheater, dem TOL oder dem Théâtre du Centaure.




#Total Article count: 451
#Total Word count: 199858